Page 12

e w i é r G maa , r e h c aa m e w i é r G taschbierg Po

u l . r e h c a m n e v e r g . w w w

D'Muselzeidung bedeit fir mech a meng Gemeng...

D’Muselzeidung feiert hir 35 Joer. Dëse Jubiläum bitt deene Verantwortlechen d‘Geleeënheet, op eng Succes-Story zréckzekucken. Souwuel d'Iddi fir esou eng Zeitung erauszeginn, wéi och d’Gestaltung vun enger Zeitung um "Mac" wore viru 35 Joer revolutionär. D’Muselzeidung bedeit fir mech a meng Gemeng, flott Erënnerungen an eng wichteg Plattform fir d’Geschäftswelt an d’Gesellschaftsliewen aus eiser Regioun! Gäre bliederen ech och an de Muselzeidunge fir fréier Photoen ze kucken. Och ass d'Muselzeidung ee Begleeder a menger politescher Carrière. An eiser schéiner Stiedchen, wéi op der ganzer Musel an doriwwer eraus, gëtt d’Muselzeidung gär gelies, an et ass een ëmmer gespaant op déi nei Ausgab. D'Muselzeidung ass ee wichtegen Ambassadeur vun iser Stad an dem Miselerland. E grousse Merci all deenen déi d’Muselzeidung bis zu hirem 35. Gebuertsdag gefouert hunn an déi sech derfir agesat hunn, datt se ëmmer rëm mat Begeeschterung gelies gëtt. Fir ofzeschléissen, léif Lieserinnen a Lieser, kann ech Eech versécheren, datt d’Muselmetropol ganz houfreg drop ass, “d’Heemecht” vun der Muselzeidung ze sënn. Häerzlech Gléckwënsch fir de 35. Gebuertsdag an “ad multos annos”! Léon Gloden, Buergermeeschter vun der Stad Gréiwemaacher

12 | 35 jahre muselzeidung

Muselzeidung 434  
Muselzeidung 434  
Advertisement