Page 1

bulli

Wanter 2013

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2013 5 Rees 2013 op Turin 7 Foire de l‘Etudiant 21 Prix d‘Excellence de la Fondation Enovos 2013 23 Visite be Editpress 25 Dem Elio seng Masteraarbecht 23 Fotoe vum Joer 2013 33

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Venant Pirrotte Elio Rerman Marc Weis Daneil Lux Felix Mentgen Eric Fischer Hugo Simões Martins Philippe Theisen Chefredakter: Max Schmitz Layout: Max Schmitz Drock: Imprimerie Centrale

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

2 l bulli Wanter 2013

Iwwersiicht an Impressum


Virwuert

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL,

Produktioun erkläert kruten.

hei déi läscht a gutt gefëllten Editioun vum Bulli fir 2013. Mir haten dëst Joer jo déi flott Iddi, 2 Reesen ze maachen. Am Fréijoer ware mer zu Stuttgart, am Hierscht ware mer lo zu Turin. An dësem Bulli e puer Rapporten a Fotoen fir déi Leit déi leider net konnte matgoen.

E puer vun eise Comitésleit hunn hiere Studium dëst Joer oofgeschloss, an ee vun deenen wëll iech net enthaalen, woumadder en säin Diplom (anscheinend) verdéngt huet. Merci Elio fir deng kleng Zesummefaassung iwwert deng Oofschlossaarbecht. Och hei gëllt rëm: Fals ee vun iech Lieser un enger Mini Publikatioun interesséiert ass, dem Bulli seng Säiten stinn iech zur Verfügung!

E wichtegen Datum zu Lëtzebuerg fir Cerclen an zemols fir d’ANEIL ass d’Foire de l’étudiant. Dëst Joer war dës ganz ronderëm eise Studium a speidere Beruff opgebaut, et ass nämlech drëm gaang, de Schüler méi no ze bréngen, firwat Ingenieuren eben einfach déi bescht sinn. Am Kader vun der Foire hate mer och rëm d’Iwwerreechung vum Prix d’Excellence zesumme mat der Fondation Enovos. 7 Studenten haten déi grouss Eier, dësen sou lues établéierte Präis ze gewannen. Liest méi doriwwer op de nächste Säiten. E weidere flotten Event war d’Visite bei Editpress zu Esch/Uelzecht. Zesumme mam Balou, e gudde Kolleg vun alle Studentecerclen, konnte mer seng Redaktioun, déi vum Quotidien, an déi vum Tageblatt besiche goen. No engem Owesiessen offréiert vun der ANEIL, ass et dunn an d’Drockerei gaang, wou mer souwuel d’Maschinnen wéi och d’Prozesser vun der klenger, awer top-moderner Virwuert

D’Joer 2013 geet sou lues op en Enn, sou dass et och rëm un der Zäit ass, iwwert d’Vergangenheet an d’Zukunft vun eisem Veräin nozedenken. Ech hoffen dir waart zefridden mat eiser Aarbecht, an dass der eis och 2014 trei bléift! Ech well op dësem Wee 2 grouss Mercien lass ginn: E Merci un iech Memberen, ouni déi dëse flotte Veräin net existéiere géif; Merci awer och u meng Comitéskollegen, ouni déi mer dëst Joer vill flott an interessant Events net hätte kënnen erliewen. Ech soen iech all Merci dass der mer dëst Joer d’Charge vun der Présidence iwwerlooss hutt, et huet mer vill Spaass gemaach! Ech wënschen eis all schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch an nach vill Joren Freed mat eisem Veräin, der ANEIL. Äre Presi Venant bulli Wanter 2013 l 3


Comité 2013 Venant Pirrotte

Eric Gonderinger

Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL

Oochen Maschinnebau

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

venant.pirrotte@aneil.lu

eric.gonderinger@aneil.lu

Philippe Theisen

Elio Rerman

Oochen Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 691 881 549 +49 176 551 963 32

+352 621 36 32 99 +49 173 97 88 124

philippe.theisen@aneil.lu

elio.rerman@aneil.lu

Max Schmitz

Gilles Nies

Zürich Maschinenbau

Oochen Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 59 55 281

+352 691 69 45 94 +49 157 75 16 8421

max.schmitz@aneil.lu

gilles.nies@aneil.lu

Yves Duhr

Florian Pfleiderer

Oochen Informatik

Zürich Maschinenbau

+352 621 483 134 +49 178 89 29 370

+352 621 700 063 +41 78 819 36 05

yves.duhr@aneil.lu

florian.pfleiderer@aneil.lu

Président

Responsable Information

Responsable Publications

Coopté Site Internet

Vice-Président & Partenaires

Trésorier

Responsable Table Ronde

Responsable Visites & Voyage

Hugo Simões Martins Responsable Foire Lëtzebuerg Bauingenieur

hugo.simoes@aneil.lu

Comité 2013

bulli Wanter 2013 l 5


Offrir aux pistes d’aéroport tout le savoir-faire de nos routes, c’est notre métier. www.karpkneip.lu


Rees 2013: Usine des eaux zu Lyon

Um Wee vu Lëtzebuerg op Turin huet d’Mannschaft vun der ANEIL eng kleng Paus zu Lyon gemaach, wou och schonn déi éischt Visite op eis gewaart huet: déi al Waasserwierker vun der Stad Lyon. Mir goufe vun eisem feinen a motivéierte Guide emfaangen a kruten e klenge Film gewisen, deen eis iwwert d’Waasser-Alimentatioun vu Lyon informéiert huet. Zu der Zäit vun de Réimer war de Waasserréseau vu Lyon dee bedeitensten no deem vu Roum: 220 km Aquädukter hunn der Stad 45 Millioune Liter pro Dag bruecht. Leider sinn dës an de Jorhonnerten no de Réimer a Vergiessenheet geroden, sou dass Ufank 1800 Lyon just nach vun 180 Pëtzer alimentéiert gouf, soit 1 Waasserpunkt pro 1000 Awunner.

an dem Grondwaasser kënnt, gouf iwwert vill verschidde Gestengsschichte séchergestallt. D’Waasser sickert lues a lues duerch ëmmer méi reng Filtratiounsschichten a gouf deemools an ënnerierdesche Reservoiren opgefaang. Déi Reservoire goufen un d’Netz vun de Waasserleitunge vu Lyon ugeschloss. Well et an deem ganze Reseau awer vill verschidden Héichtenniveauen gouf, hunn d’Ingenieure misse schwéiert Geschütz bestellen.

An der Mëtt vum 19. Jorhonnert gouf entscheet, dass sech dorunner eppes ännere muss, fir dass Lyon sech kann zäitgeméiss weiderentwéckelen. Sou gouf d’Compagnie Générale des Eaux gegrënnt, deenen hir Ingenieuren sech direkt un d’Aarbecht gemaach hunn.

Ugefaange mat 3 risegen Damp Pompele vum Typ Cornwall (de Numm kënnt vun der englescher Géigend, wou dës Pompelen entwéckelt goufe fir de Betrib an de Minnen), goufen an de Jore bis 1900 nach 10 zousätzlech Pompelen op anere Site bei Lyon installéiert, fir mat der wuessender Populatioun eenz ze ginn. Ëm d’Jorhonnertwend gouf dunn den Héchstwäert vun dëser Prozessart erreecht: 80 Millioune Liter Waasser goufe mat hëllef vun Dampdrock Maschinnen an d’Netzer vu Lyon gespeist an hunn der Stad hire verdéngte Wuesstem erlaabt.

D’Filtratioun vum Waasser, dat deelweis aus dem Rhône an deelweis aus anere Quellen

No 1910 goufen déi al Maschinnen du lues a lues duerch modern elektresch Pompelen ersat.

Rees 2013: Usine des eaux zu Lyon

bulli Wanter 2013 l 7


Nodeems mer eis mat Hëllef vum Film e gutt Bild konnte maachen, si mer op Entdeckungstour duerch den Industriesite gaangen. Um Plang stoung natierlech déi grouss Cornwall Pompel, eng beandrockend Maschinn, déi och haut nach fantastesch restauréiert op hirer aler Plaz steet an sou als lescht vun hirer Aart Zeie fir déi al Zäit bleift. Donieft krute mer an engem klenge Musée lauter kurios Apparater gewisen, déi fir den Entretien an d’Bedreiwe vu Waassernetzer néideg waren oder och haut nach sinn. Beim Tour iwwert de Site hu mer och gesinn, wéi geschäfteg dat fréier muss gewiescht sinn: eege Laboratoirë fir Analysen, Handwierksstätten a lauter Zougangspunkten zum ënnerierdeschen Netz hu fir eng konstant sécher Qualitéit gesuergt.

Eise leschten Abléck war och de beandrockendsten, hate mer dach net d’Chance, an deen alen ënnerierdesche Reservoire erofzeklammen, wou nach ëmmer Waasser stoung (schliisslech ware mer ënnert dem Niveau vum Rhône, dee just nieft eis verlaf ass). Et hat schonn eppes spezielles, wéi mer op de Rotschlag vum Guide gelauschtert hunn a fir eng gutt Minutt de Bak gehalen hunn: d’Geräischer vum Waasser, d’Spigelung vun der Beliichtung an d’Kreesser op der Waasseruewerfläch hate scho bal eng hypnotesch Wierkung :)

No dëser flotter Visite hu mer eis nach vill méi op eis gemeinsam Deeg gefreet a sinn dunn och gudder Déng weider Richtung Turin gefuer. Venant

8 l bulli Wanter 2013


Rees 2013: Witt Italia

D’Firma Witt läit eng 30 Minutten Bus süd-ëstlech vun Turin, an engem klengen Duerf mam Numm Poirino. Mam Moto “Fare della natura il proprio punto di riferimento”, wat op franséisch iwwersat esouvill heescht wei “Faire de la nature son propre point de repère”, ass dës Firma 1970 gegrënnt ginn. Am Ufank ass si duerch hir ekologesch Botzmëttele bekannt ginn. Vum Universalbotzmëttel bis zum Wäschmëttel oder nach Glas-, Keramik-, Buedembotzmëttel an esou weider. Witt Italia huet sech och duerch seng Verkafsstrategie ausgezeechent. Hir Produkter ginn net am Supermarché mä direkt vun der Firma zum Verkeefer verkaf. Fréier gouf et dofir Marken-Vertrieder, e bëssen nom selwechte Model wéi Tupperware®, mä Hautdesdaags huet den Onlineverkaf d’Iwwerhand geholl. Dës “Firma” oder wéi d’Italiener soen “Azienda” huet seng Produktpalette weider entwéckelt a méi breet opgestallt, vum ekologesche Botzmëttel op ekologesch Kosmetikprodukter an dono op de Business vum Wuelbefannen. Nodeems bis elo d’Geschicht vun dëser “Azienda” beschriwwe gouf, erzielen ech iech elo eiser Visite. Eis Visite huet am Reuniounssall ugefangen, wou Marketingsdirektrice a Chef-Chemikerin eis all eng

Rees 2013: Witt Italia

wäiss West zesumme mat bloe Schungiwwerzéier ausgedeelt hunn. Dono si mir duerch déi verschidden Departementer wéi Laboratoire, Produktioun, Lagerung, Emballage, Verkaf a Crèche vun der Firma gefouert ginn. Et muss ee wëssen dass all Basiskomponente fir hir Produkter bei certifiéierte Fournisseure kaf ginn an nëmmen d’Zesummemësche vum fäerdege Produit op der Platz geschitt. Aus deem Grond gëtt eng grouss Lagerkapazitéit gebraucht, fir op där enger Säit d’Basiskomponenten an op där anerer Säit déi fäerdeg Produkter ze stockéieren. Den Emballage war fir eis bestëmmt dat interessantst well do alles automatiséiert ass. Do huet d‘Chemikerin fir e kuerze Moment net ganz verstane firwat mir voller Bewonnerung dës Maschinne gekuckt hu mä d’Situatioun gouf schnell opgekläert wou mir gesot hu “mir studéieren Ingenieur”. Éier mir d’Crèche kucke gaange sinn, hu mir d‘Fähegkeete vun eisen Nuese mussen ënner beweis stellen. Dobäi hu mir mussen eraus fanne wéieen äthereschen Uelech mir grad virun der Nues haten. D‘Opléisung war: Jasmin / Lavendel / Citroun / Peffer / Ylang Ylang

bulli Wanter 2013 l 9


Mir kruten dobäi och erklärt dass ätheresch Uelecher gutt si fir Massage mä awer och als Inhalatioun kënne benotzt ginn. Des weideren hunn se och Desinflatiounswierkungen an z.B. „Titriuelech“ kann och antiviral Wierkungen hunn. Well eis Besichtegung hallef op Italienesch an hallef op Englesch gemaach gouf, koum et mol vir dass d’Guide net wosst wéi een déi eng oder aner Planz op Englesch nennt. Dofir hunn mir den Numm da gegoogelt. Also hu mir och “Titri” gegoogelt mä leider näischt fonnt. Do hunn mir gefrot ob dat en italienescht Wuert wier. D’Äntwert war nee dat ass op Englesch. No laange Minutte koum déi Doktesch op déi gutt Iddi dat op der Tafel op ze schreiwen “Tee Tree”. An der Situatioun hunn mir eis regelrecht futti gelaacht.

Dono si mir an d‘Crèche gaange wou d’Kanner vun de Salariéen a Leit aus dem Duerf versuergt ginn. Do war alles aus ekologeschem Material an et gouf natierlech alles nëmme mat ekologeschem Botzmëttel vu Witt gebotzt. Méi interessant war dono de Spa- a Saunaberäich mat virun allem der Emotiounsdusch. Déi Dusch baséiert op der Chromotherapie wou mat Luucht a Faarwen d’Entspanung an de Relaxeffect sollt méi grouss ginn. Ech weess net ob et wierkt mä schéin ass et op alle Fall. Zur gudder läscht si mir an de Shop gaangen, wou mir nach en puer Prouwe geschenkt kruten. Fir déi Damen oder Hären déi interesséiert sinn a leider net op Turin konnte matgoen, hei den Internetsite fir ze bestellen www.witt.it ;-) Elio Rerman

ELECTROMECHANICAL COMPONENTS FOR AUTOMOTIVE AND ELECTRODOMESTIC APPLIANCES

ELTH S.A. · RUE J.F. KENNEDY · L – 7327 STEINSEL/LUXEMBOURG 10 332071 l bulli Wanter 2013+352 330689 · ELTHSA @ ELTH.LU · WWW.CEBI.COM TEL.: +352 · FAX:


Rees 2013: Fiat Powertrain Technologies

Am Nomëtte vum zweeten Dag zu Turin stoung eng Visite vu FIAT, méi genau Fiat Powertrain Technologies (FPT), um Programm. Anescht wéi an enger Autosfabrik ginn hei nëmme Motore fir Camionen, Bussen, Trakteren a Rennbooter gebaut. Fiat Powertrain Technologies gouf am Joer 2005 duerch d’Regruppement vun de Recherche-Zentre vu Fiat gegrënnt. De grousse Virdeel vun dësem Regruppement war, dass ee lo och Motoren u Konzerner ausserhalb vu Fiat liwwere konnt. Aktuell kann ee bei FPT bis zu 10 000 verschidde Variante vu Motore bestellen déi awer all op engem vun 8 Basismodeller opgebaut sinn. Duerch dëse Prinzip ass et och gelongen den éischte Schrëtt am Prozess - beaarbechte vum Motorblock (Machining) - bal ganz ze automatiséieren. Bei eiser Visite huet sech dat awer als Nodeel eraus gestallt, well een duerch d’Barrièren näischt méi vum eigentleche Prozess gesinn huet. Parallel zur éischter Phase ginn an engem aneren Deel vun der Fabrik d’Zylinderkäpp zesummegebaut. Och hei kann ee Mann alleng déi ganz Produktioun steieren an hie suergt esouguer och nach fir den Nachschub vun Deeler.

Rees 2013: Fiat Powertrain Technologies

Als leschten, hallef automatesche Schrëtt gëtt dann de Motorblock zesummegebaut. Automatesch hëlt ee Roboter ee Block, deen aus dem Machining kënnt, een Aarbechter setzt d‘Zylinderen dran an da gëtt rëm maschinell den Zylinderkapp dropgesat. Dëst ass dee leschte Schrëtt wou Roboteren zum Asaz kommen, well fir déi grouss Villfalt vu Motoren hierzestellen ass lo Handaarbecht ugesot. Mir si lo am sougenannten Dressing. Hei schaffe mat Ofstand déi meeschte Leit. Individuell gëtt hei all Motor mat alle Clientswënsch bestéckt. FTP setzt hei op ee sougenanntenen asynchrone Prozess, wat zu enger grousser Flexibilitéit feiert, well keen op deen anere waarde muss. Wat mir leider net gesinn hunn ass de Motorteststand. All Motor, deen d’Gebai verléisst, ass virdru mindestens zwee Mol op Häerz a Niere getest ginn. Ganz Stolz ass FPT och op hir Zertifizéierung als „World Class Manufacturing”. Fir dës Auszeechnung ze kréien, muss een net nëmmen ee ganz gudde Qualitéitsmanagement a sämtlech Umweltschutzmoossnamen anhalen, mee et muss een och beleeë kënnen, dass een all Dag mindestens eng hallef Stonn Maintenance op all

bulli Wanter 2013 l 11


Maschinn mécht. Dass dëst an enger Produktioun, déi konstant soll lafen, net einfach ass, versteet sech vum selwen. FPT huet dat sou geléist, dass all Maschinn mindestens duebel do as, sou dass de Floss vun Deeler net ënnerbrach gëtt. No enger klenger Kaffispaus hu mir dunn nach de Musée besichtegt. Hei huet een nieft den aktuellen

Trakteren a Camionen aus dem Fiat Konzern och eng Rei vun Entwécklunge gesinn, déi an Zukunft sollen an d’Camionen agebaut ginn. Mir hunn dunn nach e bëssche mat eiser Guide gefachsimpelt, mee et ass dunn awer och schonn erëm Zäit gi fir zeréck op Turin ze fueren. Marc Weis

VALVES - FITTINGS - REGULATORS

12 l bulli Wanter 2013


Rees 2013: Martini & Rossi

Virum „Martini Museum of Oenological History“ si mir vun engem bewaffnete Sécherheetsmann empfaange ginn deen eis direkt kloer gemaach huet, dass ee keng Fotoen am Musée maachen dierf. Dunn huet d‘Guidin eis wëllkomm geheescht an et ass direkt an de Keller erofgaangen, deen an e Musée transforméiert gouf. Hei krute mir dunn déi historesch Géigestänn gewisen an erklärt. An deem éischte Raum ware grouss Terracotta-Gefäßer aus Réimerzäiten déi si zu ¾ mat gepresstem Wäi gefëllt hunn a vum Hierscht bis an d‘Fréijoer gäre gelooss hu fir en duerno ze „genéissen“. Eis Guidin huet eis allerdings séier kloer gemaach, dass dee Wäin deen si deemools gedronk hunn haut géif als net drénkbar klasséiert ginn. Dëst ass och spéitstens am nächste Raum kloer gi wou Behälteren ausgestallt waren, fir de Wäi mat Waasser zu ¼ ze verdënnen. Dass den antike Wäin net immens gutt war, weist dann och déi nächsten Erfindung. Tatsächlech hunn si de Wäin mat Hunneg, Blummenessenzen a ville Gewürzer (z.B. Myrrhe) vermëscht fir e méi genéissbar ze maachen. Dësweideren haten déi aromatesch Substanzen och eng stimuléierend Wierkung, z.B. fir den Appetit un ze reegen... Fir dass d‘Gewürzer awer ëmmer am Krou bleiwen si Behältere mat Filter zum Asaz komm.

Rees 2013: Martini & Rossi

An engem aneren Deel vun der Ausstellung ware Gefäßer aus verschiddene Metaller a Glas sou wéi och a verschiddene Formen - z.B. e Kapp vun engem Stéier - ausgestallt. Dunn hu mir déi riesech Wäipressen aus dem 18. an 19. Jorhonnert erkläert kritt. De Wäin ass zur Lagerung a Fässer gefëllt ginn, déi op grousse Kutscheween transportéiert goufen. Dësen Deel vun der Visite ass mat der Ausstellung vum experimentéier-Labo, mat ënner anerem Destilléiergeräter vu Martini & Rossi, op en Enn gaangen. Zu gudder Lescht ware mir an de „Martini & Rossi’s Permanent History Exhibition“ wat e Musée ass, iwwert alles wat mat Martini ze dinn huet. Vun der ganzer Geschicht, den eenzelne Martini’s Fläsche bis hin zu ville Werbeartikel, Werbespots, Werbeplakater war alles dobai... Duerno si mir niewendrun an ee Restaurant zu Mëtteg iesse gaangen. Do si mir dunn schif bekuckt ginn, well ee vun eis en Martini-Sprite gefrot huet. Dëst war fir si wuel onerkläerlech, wéi een de Martini sou verdierwe kann... Schlussendlech hu mir eis dunn awer sou gutt geschéckt, dass d’Patronne eis bei Martini Gadgeten organiséiere war, déi si eis dunn ausgedeelt huet. Daniel Lux

bulli Wanter 2013 l 13


Votre futur au sein d’un groupe d’avenir. Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes. Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

Energy in motion

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services. Envie de nous rejoindre?

creos.net


Rees 2013: Museo dell’Automobile

No enger ganz interessanter Visite am Oenologesche Musée vu Martini & Rossi an dem Mëttegiessen direkt dernieft hu mir eis ob de Wee gemaach fir erëm zeréck ob Turin ze fueren. Hei si mir dunn esouguer eng Stonn ze fréi ukomm wat et eis erlaabt huet no der Parkplaatzsich nach en Tierche laanscht de Po trëppelen ze goe fir eis de Park unzekucken deen un sengem Rand verleeft.

mat den Autospionéieren an hiren deemools nach abenteuerleche Reesen.

Wéi dunn déi Stonn doutgeschloe war hu mer eis am imposanten Hall vum Museo dell’Automobile mat eiser Guide getraff an och gläich lassgeluecht. Als Introduktioun krute mer e bëssen eppes iwwert d’Gebai an d’Initiatore vum Musée gezielt ier dunn d‘Visite lassgaang ass.

Géinter Enn gëtt dann nach de Rennsport behandelt wat een am beschten an der imposanter Ausstellungsstreck mat den évolutionéierende Formel1-Autoe gesäit.

Ugefaangen huet d’Visite um drëtte Stack vum Gebai vu wou aus mer dunn duerch d’Ausstellungssäll erof bis erëm ob de Rez-de-Chaussée gaange sinn. Heibäi féiert de Musée haaptsächlech chronologesch duerch d‘Autosgeschicht. Lass geet et bei den alleréischten Entwërf fir eng mechanesch Fortbeweegung mat 4 Rieder mëttels Muskel- (Mënsch oder Déier) oder Dampkraaft. Weider geet et da bei den alleréischten Autoen ëm d’Jorhonnertwend vum 19.-20. Jorhonnert

Rees 2013: Museo dell’Automobile

Iwwert d’Entwécklung zum Auto als Wuelstandsobjet bis zu den haitegen duerchdesignte Gebrauchsgéigestänn mat engem Fokus ob d’Produktiounstechnik an de Standuert Turin féiert dann den nächsten Deel vun der Ausstellung.

Als Ofschloss geet de Musée um Rez-de-Chaussée dann nach op eng Rei wichteg Autodesigner vum 20.-21 Jorhonnert an an ier een d’Ausstellungsraim verléisst kënnt een nach bei e puer aktuellen a seelenen Autoe laanscht déi meeschtens nëmmen temporär ausgestallt sinn. Alles an allem huet de Museo dell’Automobile mat sengem duerchduechte Konzept an dem immens moderne Stil (e gouf eréischt 2011 nei opgemaach) iwwerzeegt an ass och fir net esou technesch interesséiert Leit absolut kuckenswäert. Felix Mentgen

bulli Wanter 2013 l 15


Construisons ensemble votre futur !

@

€ Avec plus de 3600 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, le groupe P&T est le 5e employeur du pays. Avec sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, P&T est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 25 nationalités différentes. Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous ! 1

P&TLuxembourg, Partout. Avec vous. une entreprise innovante. E n t r e p r i s e d e s P o s t e s e t Té l é c o m m u n i c a t i o n s - L - 2 0 2 0 L u x e m b o u r g - w w w . p t . l u - j o b s @ e p t . l u


Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, Place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. (+352) 4015 -1


NNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AME ICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE RENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BR AIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZE UERG / DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜ ICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN ANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAAR ACEL - DE/STUDENTEVERTRIEDER RÜCKEN / NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG ACEL / LOUVAIN steet fir /„Association des /Cercles ARIS / BASTOGNE / GRENOBLE MONTPELLIER RHEIN-MAI d‘Étudiants Luxembourgeois“. Säit der Grënnung am SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTER Joer 1984 huet/den Daachverband vun de lëtzebuerger Studentevereenegunge sech stänneg weiderentwéAACHEN / LËTZEBUERG / ckelt DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDEL a vereenegt momentan 44 aktiv Membercerclen. ERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLE NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNS D‘ACEL vertrëtt soumat insgesamt ronn 10.000 souwuel am Ausland wéi och zu ER / GRAZ / SAARBRÜCKENStudenten / NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUH Lëtzebuerg an ass domadder de gréissten a wichtegste STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE / GRENOBLE Studentevertrieder am Land. / LOUVAIN / MONTPEL IER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLI KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG / DÜSSELDORF / FRIBOUR WAT MÉCHT D‘ACEL? WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN IX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK Studenten representéieren: D‘ACEL /setzt sech/op nationalem an op internationalem Niveau fir / dem IÈGE / MÜNSTER GRAZ SAARBRÜCKEN / NORTH-AMERICA FREIBUR Student seng Rechter an. KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE / GRENOBLE / LOUVAI MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIE Studenten an zukünfteg Studenten informéieren: Duerch eng Rëtsch vu Publikatiounen versicht d‘ACEL de Jonken déi BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG / DÜSSELDORF néideg Informatiounen iwwer Studium, Uni an Aarbechtswelt mat op de RIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAAR Wee ze ginn. RÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN regroupéieren: NNSBRUCK /Studenten LIÈGE / MÜNSTER GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AMER Mat der Zesummenaarbecht/ vun hire Membercerclen organiséiert d‘ACEL all /Joers verschidden/ STRASBOURG Aktivitéiten an Eventer fir /deBASTOGNE Studenten eng A / FREIBURG KARLSRUHE / PARIS / GRENO Occasioun ze bidden sech zesummen ze fannen. LE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG contact@acel.lu ÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAU ANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GAL EN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN ORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BAS OGNE / GRENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWE EN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHE LËTZEBUERG / DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMU


Rees 2013: Moschterfabrik Edmond Fallot

Op der Heemrees vun Turin, no e puer Stonne Fahrt mam Minibus komme mir an d’Géigend vun Dijon, Préfecture vun der Bourgogne – an d’Stad vum Moschter. Zu Beaune, eng 50 km südlech vun Dijon, maache mir eng Paus fir eis läscht Visite vun eiser Rees: eng Moschterfabrik, déi traditionell Moutarderie Edmond Fallot. Nodeems mir duerch eng al onopfälleg Paart gaange sinn, gesi mir fir t’éischt en ale gielen Auto mat deem fréier de Moschter ausgeliwwert ginn ass. No enger Zäitchen taucht dann och eng Fra op, déi eis duerch d’Räich vum Moschter féiert an eis sou munch nëtzlech Moschter-Wourecht bäibréngt. D’Moutarderie Edmond Fallot ass en traditionelle Familiebetrib, deen et schonn zanter 1840 gëtt an deen eng 20 Leit beschäftegt. Als Matière Première komme Käre vun der Moschterplanz an den Asaz. Zu de bekanntsten Zorten ziele Brassica Nigra (Schwarzer Senf ) a Sinapis Arvensis (Ackersenf ), déi mir och ze schmaache kréien. Schonn ontraitéiert kënnt den onverkennbare Goût vum Moschter zum Virschäin.

Rees 2013: Moschterfabrik Edmond Fallot

Iwwerraschenderweis kommen di meescht Moschterkäeren (stolz 80%) aus Kanada, just 5% vun der agesater Masse gëtt a Frankräich ugebaut. E Grond firwat grad an der Bourgogne esou vill Moschter produzéiert gëtt, ass bestëmmt och well eng zweet Ingredienz, de Wäin oder och de fermentéierten Esseg aus Drauwen hirgestallt ginn, déi an där Regioun besonnesch gutt wuessen. Als éischte Schrëtt ginn d’Moschterkäere gewäsch. Dann gi se – jee no Moschterzort – a verschidde Léisunge gezappt: fir d’Moutarde de Dijon gëtt Esseg bäigemëscht, fir d’Moutarde de Bourgogne ass et Wäisswäin – just vun der Drauwenzort Aligoté, deen natierlech genau sou wéi d’Moschterkäeren exklusiv aus der Regioun kënnt. A béide Fäll kënnt nach Salz dobäi. Nodeems d’Käre gewäsch an benätzt gi sinn, ginn se gemuel – an der Firma Edmond Fallot mat klassesche Millestäng aus Granitsteen vun 2 m Duerchmiesser. Beim Muelen erhëtzen sech d’Stäng an d’Kären. Vu dat den typesche Moschtergoût bei enger Temperatur vun iwwer 33°C géif verluer goen, gëtt d’Temperatur genau kontrolléiert. Wann en douce Moschter soll produzéiert ginn, regléiert een

bulli Wanter 2013 l 19


d’Temperatur méi héich wéi wann e soll méi schaarf ginn. Iwwregens gëtt d’Faarf vum Moschter méi intensiv wat e méi waarm gemaach ginn ass. D’Schuele gi getrennt a spéider zu Granulatfudder weiderverschafft. Moschter ouni Schuelen nennt sech „moutarde lisse“ - mat Schuelen dogéint „traditionelle“. Duerno gëtt di ganz Mëschung an Holzfässer gelagert. No 48 Stonnen as d’Produktioun ofgeschloss. Jee no Goût kann de Moschter nach „aromatiséiert“ ginn.

Duerno kréie mir nach erklärt wisou de Moschter iwwerhaapt pickt a firwat een dës Prozedur brauch: verantwortlech fir d’Schäerft ass eng Molekül déi Allylisothiocyanat genannt gëtt. Se entsteet wann zwee Ausgangsstoffer – déi allenzwee schon am Moschterkär dra sinn – a Kontakt trieden: Sinigrin an den Enzym Myrosinase. Vu datt déi awer a verschiddene Kompartimenter leien, muss de Kär fir t’éischt opgebrach ginn, wat duerch d’Muele passéiert, ier di zwou Molekülen openeen treffe kënnen.

Zu gudder Läscht ass et dann endlech un der Zäit fir de Moschter ze schmaachen. Wéi schonn ugekënnegt sinn der Fantasie keng Grenze gesat, wann et ëm d’Aromatisatioun geet. Sou produzéiert Edmond Fallot zum Beispill Moschter mat Fruits rouges, Pain d‘épices, Piment, Rosmarin, Safran, Estragon (speziell fir de japanesche Marché), oder souguer mat Trüffelen. Bei engem gudde Maufel Moschter – am beschte gefall huet dee mat Liefkuch oder Cassis – kréie mir

och verroden datt de chiffre d’affaire vun der Firma ca. 6 Mio EUR sinn. Interessant ze bemierke bleift dann nach dat ee pro Hektar Pefferplanzen ca. 1600 kg Moschter produzéiere kann, an dass an der ganzer Bourgogne 5500 ha Moschterplanzen ugebaut ginn. No sou enger pikanter Visite geet d’Heemrees op Lëtzebuerg weider – mat enger Parti Glieser Moschter an der Malle, well et ass kräfteg zougeschlo ginn. Eric Fischer

Um Enn kréie mir nach erklärt datt 45% vun der Produktioun a Frankräich bleift. Vun deem wat exportéiert gëtt geet dat meescht an d’USA, duerno kommen Däitschland, Kanada a Japan.

20 l bulli Wanter 2013

Rees 2013: Moschterfabrik Edmond Fallot


Foire de l‘Etudiant 2013

Wéi all Joer war d’ANEIL och dëst Joer rëm staark op der Studentefoire vertruede fir d’Schüler aus deene verschiddene Lycéeën aus dem Land beschtméiglech iwwer de Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Dëst Joer hate mer fir di éischte Kéier ee gemeinsame Stand mam OAI (Ordres des Architectes et des Ingenieurs-conseils), mat der ALI (Association Luxembourgeoise des Ingenieurs), der ALIAI (Association Luxembourgeoise des Ingenieurs, Architectes et Industriels) a mam IFSB (Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment), woumatter de Stand komplett anescht gestalt, an och insgesamt méi grouss war wéi déi Joere virdrun. Fir eise Stand méiglechst intressant ze gestallten hate mir dës Kéier en 3D Drucker do stoen dee mir frëndlecherweis vu FAB LAB Luxembourg aus Belval zur Verfügung gestallt kruten. Op dëser Platz nach eemol ee grousse Merci! D‘Opriichten ass zimlech einfach a séier gaangen. D‘Roll-Up‘en waren nach déi vum leschte Joer an den 3D Drucker war net schwéier, awer dofir eng sensibel Maschinn mat där mir behutsam missten ëmgoen. Nodeems mir eise Stand fäerdeg ageriicht

Foire de l‘Etudiant 2013

haten, konnt et dann Donneschdes moies endlech lass goen. Eis Haaptattraktioun war e richtege Publikumsmagnéit, an deen een oder anere wollt souguer eng gedruckte Figur mathuelen, wat mir awer leider net zouloosse konnte well den 3D Drucker eben seng Zäit brauch a mir déi fäerdeg gedruckte Figure gebraucht hu fir den Interessenten ze demonstréiere wat domadder alles méiglech ass. D‘Foire war wéi ëmmer gutt besicht a mir hunn eist Bescht gemaach fir de Schüler a Schülerinnen esou gutt wéi méiglech op hir Froen ze äntwerten. D‘Interesse vun de Schüler a Schülerinne fir d‘Studiengäng waren dëst Joer zimlech ënnerschiddlech. Bauingenieur, Wirtschaftsingenieur, Maschinnenbau, Elektrotechnik bis hinn zu Flugzeugtechnik waren d‘Theme bei eis um Stand. Di meescht Schüler a Schülerinnen hate schonn eng konkret Ahnung wéi eng Richtung si aschloe wollten. An deem Fall waren di meescht gestallte Froen iwwer de Choix vun der Uni-Stad, Haaptfächer, Virpraktikum oder Numerus Clausus, wouropper mir esou gutt wéi méiglech probéiert hunn ze

bulli Wanter 2013 l 21


äntwerten. Och hu mer beim Choix vun der Uni-Stad gäre gehollef an d’Schüler bei déi entspriechend Cercle geschéckt fir dass si sech do méi genau iwwert d‘Aschreiwungsmodalitéite konnten Informéieren.

deene Beräicher haten sou dass mir do gutt zesummegeschafft hunn. Op Froe wéi „wéi vill verdéngt een als Ingenieur?“ konnte mir leider keng präzis Äntwert ginn.

Natierlech waren och Schüler a Schülerinnen do déi eis gefrot hu wat et alles fir Ingenieur Studiegäng ginn Do war et dann ëmmer gutt dass mir eis Broschür, de “Let’s engineer”, haten déi mir de Schüler da konnte mat op de Wee ginn an der Hoffnung dass

Vun der Zeitung Quotidien an och dem RTL Lëtzebuerg goufe mir mat Interviewen iwwerrascht a missten op klassesch Froe wéi „Wat ginn et fir Ingenieuren?“ „Wat mécht oder muss en Ingenieur kënnen?“ an „Wéi eng Beruffer ginn an meeschte gesicht?“ äntweren.

d’Beschreiwung vun de verschiddene Beruffsbiller hinne vläicht weider hëllefe kann.

Esou eng Foire ass heiansdo e bëssen ustrengend, zäitintensiv an et muss een sech oft widderhuelen, mee et mécht awer duerchaus Spaass de Schüler a Schülerinne bei der Wiel vun hirem spéidere Beruff ze hëllefen. Hugo Simões Martins

Heiansdo hunn och d’Cercele Schüler bei eis geschéckt wa si grondsätzlech Froen iwwert d’Ingeneursberuffer oder Job- Chancen an

22 l bulli Wanter 2013

Foire de l‘Etudiant 2013


Prix Enovos 2013

Zesumme mat der Fondation Enovos, der Fondation de Luxembourg an der ALI konnt d’ANEIL och dëst Joer rëm de “Prix d’excellence de la fondation Enovos” iwwerreechen. Bei dëser 2. Editioun goufe rëm déi bescht Ofschlossaarbechte vu Studenten aus dem Ingenieursberäich gesicht. Dëst Joer si 7 frësch gebaken Ingenieuren an de Genoss vun dësem prestigiéisen a mat 2500€ belounte Präis komm.

Zukunft vun eisem Land benotzt: Diversifikatioun! Dëst ass einfach an de Raum ze stellen a liicht och jidderengem an, biergt awer vill komplex Verzweigungen am Entscheedungsprozess deen hannendrunner stécht.

D’Iwwerreechung war ausnamsweis net am Forum Da Vinci, well mer dëst Joer jo déi grouss Freed haten, dass d’Foire de l’Etudiant sech ganz ëm eis Studiegäng gedréint huet. Sou hunn sech dunn Donneschdes Moies d’Invitéen, dorënner d’Héichschoulministesch, Leit aus der Fuerschung, wichteg Leit aus der lëtzebuergescher Industrie an natierlech och Studenten an der LuxExpo getraff, fir deene genannte Leit ze gratuléieren.

Dës u sech komplex Décisioun léisst sech zumindest op enger Front bedeitend vereinfachen, andeems een Akademiker mat engem flexibele Beruffsbild zur Verfügung stoen huet. Et ginn net vill Studiegäng a Beruffer, déi sou moduléierbar a villsäiteg si wéi déi aus dem Beräich vum Ingenieur. Duerch genau dës flexibel Asetzbarkeet vum Ingenieur an de verschiddene Secteuren an an de verschiddene Beruffsbiller ass den Ingenieur e wichtege Facteur am Développement vun eiser lëtzebuergescher Prosperitéit.

Fir ze erkläre firwat dee Präis esou wichteg ass, faassen ech iech am beschte kuerz meng Ried zesummen, déi ech deen Dag hunn dierfen halen: D’lëtzebuergesch Economie steet virun enger grousser Entscheedung. Et gëtt scho säit ville Joeren e bestëmmtent Wuert am Zesummenhang mat der

Prix Enovos 2013

D’Grondfro kann ee sou formuléieren: Wéi eng Secteuren erméiglechen et Lëtzebuerg, sech och nach an Zukunft un der Spëtzt ze halen?

Do gëtt et just ee grousse Problem: et ginn net genuch Ingenieuren an et sinn och am Moment net genuch Ingenieuren an der Ausbildung! Dëst ass kee lëtzebuergescht Phänomen, mä a ganz Westeuropa ze beobachten.

bulli Wanter 2013 l 23


Ee Léisungsusaz si Veranstaltungen wéi d’Foire de l’Etudiant, wou déi jonk Schüler Orientéierungshëllef kréie vu Leit, déi entweder selwer am betraffene Studium sinn oder schonn aktiv am Beruffsliewe stinn. E weidere wichtegen Deel vun enger gemeinsamer Léisung am Fall Ingenieursmangel geschitt genau op dëser Plaz: dem Prix d’excellence vun der Fondation Enovos!

Hei kréie Schüler an Eltere gewisen, dass en Ingenieursstudium souwuel attraktiv wéi och interessant ass. Mä och nach en anere Grupp vu jonke Leit gëtt duerch dëse Präis motivéiert, an zwar déi aner Studenten aus den Ingenieursstudiegäng. Dëst ass batter néideg, ass den Ingenieursstudium dach net ëmmer einfach an sou munneche Student huet scho leider missen d’Bengele bei d’Tromm geheien.

D’ANEIL seet der Fondation Enovos villmools Merci fir déi riseg Ënnerstëtzung. Och der Fondation de Luxembourg e grousse Merci fir déi vill Aarbecht, déi fir dëse Präis geleescht gouf. Der ALI an all de Membere vum Jury e grousse Merci, et war sécher net einfach, all d’Ofschlossaarbechten duerchzeschaffen a vu sou ville Kandidaten déi richteg erauszesichen. E ganz grousse Merci awer och un all d’Studenten déi matgemaach hunn. Natierlech ka net jidderee gewannen, et war awer scho beandrockend ze

gesinn, wéivill Know-How zu Lëtzebuerg oder vu Lëtzebuerger all Joer kreéiert gëtt. Un all déi Leit, déi grad un hirer Ofschlossaarbecht setzen: haalt d’Aen op fir d’Editioun 2014, mir freeën eis iwwer all Kandidatur! Venant

Si kréien net nëmme gewisen, dass och den Ingenieursstudium enges Daags ofgeschloss ka sinn, mä och dass Ofschlossaarbechten souwuel innovativ wéi och interessant kënne sinn an an deem Fall och – ganz wichteg – respektéiert a gewürdegt ginn!

24 l bulli Wanter 2013

Prix Enovos 2013


Visite bei Editpress

No zwee ustrengenden an interessanten Deeg op der Foire de l’Etudiant hu mer eis Freides de 15.11. fir 18 Auer op den Wee Richtung Esch gemaach. Zil war den Haaptsëtz vun Editpress an der Kanalstrooss zu Esch. Et waren dann och eng ronn 25 Membere vun der ANEIL déi an der Redaktioun vum Tageblatt a Quotidien vum fréieren ACEL-Comitésmember David Marques (aka Balou) empfaange ginn sinn. No enger klenger Aleedung vun him si mer dunn och duerch d‘Gebailechkeete gefouert ginn. Als Éischt si mer an d’Redaktiounsraim vum Tageblatt komm, wou mer dann och nach eng etlech Journaliste beim schaffe beobachte konnten. Dono ass et weider an de méi klenge Redaktiounsraum vum Quotidien gaangen. Och hei waren nach Leit um Schaffen, den eigentlechen Highlight war awer eisem Guide säi Schreifdësch, bzw. déi Platz wou mer vermutt hunn dass säi Schreifdësch géif stoen. Nodeems mer ons ee Wee bis bei säi Computerbildschierm fräigekämpft haten, krute mer dunn do ee Liveticker vun enger grousser Norichtenargentur ze gesinn. Donieft krute mer gewise wéi een en Artikel opbaut, um Schierm verschafft a wat déi eenzel Etappe sinn bis d’Zeitungssäit an Drock ka goen. Ier mer dunn ee Patt offréiert kruten hu mer nach e kuerze Bléck an de klenge “Musée” geworf. Hei konnte mer nach e

Visite bei Editpress

puer antik Schreifmaschinnen a Computere vun der éischter Generatioun bewonneren. No engem Glas Wäin, hu mer ons op de Wee Richtung Zolver an de Restaurant gemaach. No enger klenger Stäerkung, während an de Redaktioune vun Tageblatt an Quotidien weider fläisseg geschafft gouf, si mer an Dréckerei vun Editpress zu Esch-Raemerich gefuer. An der topmoderner, am Joer 2000 gebauten Dréckerei ginn nieft den Zeitunge vun Editpress och aner auslännesch Zeitunge wéi z.B. de Kicker gedréckt. An der Dréckerei, déi zu de modernsten aus ganz Europa gehéiert, kënnen an Spëtzestonnen iwwer 35 000 Zeitunge gedréckt ginn. D’Maschinn besteet aus 3 Drécktierm déi et erlabe bis zu 48 faarweg Säiten ze drécken. Eng Zeitung wéi d’Tageblatt huet awer meeschtens méi Säiten. Fir d’Tageblatt ganz faarweg ze drécke mussen also 2 Cahieren (d‘Tageblatt ass a 6 sou Cahieren opgedeelt) méi fréi am Owend gedréckt gi fir uschléissend mam Recht vun der Zeitung nees zesummegefügt ze ginn. Dat geschitt um Schluss vum Drockprozess en engem getrennte Raum wou d’Zeitungen och verpaakt gi fir duerno un d’Post (Distributioun fir d’Abonnenten) an un déi eenzel Kioske geliwwert ze ginn.

bulli Wanter 2013 l 25


Et gi pro Woch ongeféier 100 Tonne Pabeier verbraucht. Eng Rull huet ongeféier 22 000 Meter Pabeier. Nodeems mer live kucke konnte wéi Zeitunge gedréckt ginn, an déi Aluminiums Drockplatte gewise kruten, krute mer vun den Hären déi do schaffen dann och direkt eng drockfrësch Zeitung.

26 l bulli Wanter 2013

Nodeems mer eisem Guide dann och nach een ganz besonnesche Merci fir déi super Visite déi hien ons erméiglecht huet gesot hunn, si mer zum ustrengenden Deel vum Dag iwwergaangen. Mir sinn all zesummen an de Choco gefuer, wou mer ons nach bësschen iwwer Dréckerpressen ënnerhalen hunn... Philippe Theisen

Visite bei Editpress


Demonstratordaach, dem Elio seng Masteraarbecht

Wéi déi meescht vun iech mat Sécherheet wëssen, gehéiert d’Sonnenenergie nieft der Wandenergie, de Biokraaftstoffer an der Waasserkraaft zu de wichtegsten erneierbaren Energiequellen déi et hei am Land ginn. Ech wëll an dësem klengen Artikel iech méi iwwer d’Solathermie erziele mat där ech mech an de läschte Méint, fir meng Masteraarbecht ze schreiwen, beschäftegt hunn. “Sonnenenergie” ass ee ganz breede Begrëff an et gi vill Méiglechkeete fir dës Energie fir de Mënsch notzbar ze maachen. Eng vun deene Méiglechkeeten, a wahrscheinlech déi bekanntst, ass d’Photovoltaik mat där een aus Sonnenenergie Stroum mécht. Ech wëll iech hei awer méi iwwer d’Solarthermie erzielen, mat där een aus Sonnenenergie Wäermt gewënnt. Wann ee bedenkt dass d’Raumheizung an d’Drénkwassererwärmung an de Gebaier fir ronn een Drëttel vum CO2-Verbrauch vun der Mënschheet verantwortlech sinn dann gëtt engem kloer dass Wäermt eng grouss Wichtegkeet huet. Aus deem Grond gouf an engem interdisziplinäre Fuerschungsprojet op der RWTH-Aachen mat Hëllef vun neie Materialie wéi “textilbewehrtem Beton” a “Kapillahrrohren aus Polypropylen” een innovatiivt Daachelement entwéckelt. Dëst Element iwwerhëlt

Demonstratordaach, dem Elio seng Masteraarbecht

all Funktioune vu Stabilitéit an Densitéit vum Daach a gëtt dozou nach energetesch aktivéiert andeems ee Solarthermie benotzbar mécht. De grousse Virdeel vun dësem Element, deen d’Dämmung, d’Daachhaut an d’Solarpanneauen ersetzt, läit an senger schneller Montage doduercher dass et sech heibäi ëm ee Fäerdechelement handelt dat direkt op der Charpente ka fixéiert ginn. Op der Abildung 2 ass ganz skizzenhaft e Schnëtt duerch esou en Element gewisen. Duerch déi rout gezeechent Kapillarréier aus Polypropylen, déi am Textilbeton (EnTex-Platte) agegoss sinn, gëtt ee Wärmeträgerfluid gepompelt. Hannert dem EnTex-Panneaux gëtt eng Dämmung aus Polyurethan plazéiert an zum Ofschloss gëtt op der Bannesäit eng Spanplack fixéiert déi, e bësse wéi ee Sandwichelement, dem Ganze seng Stabilitéit gëtt. Fir den energetesche Potential vun dësen Elementer ze ënnersiche goufen 80x160 cm grouss Elementer zu engem Demonstratordaach vu knapp 20 Quadratmeter zesummegefügt. D’Gréisst vun esou enger Installatioun kennt eigentlech keng Grenzen, déi Elementer sinn theoretesch bis zu 200x160 cm Stabil genuch fir op gewéinlech Diecher montéiert ze ginn. Meng bescheiden

bulli Wanter 2013 l 27


Nous vous habitons

Centre Opérationnel Soludec - Parc d’Activité Gadderscheier - L- 4570 Differdange Tél: 26 599-1 - Fax: 26 599-599 - E-mail: info@soludec.lu - Web: www.soludec.com Soludec S.A. - Soludec Development - Soludec France


Aufgab war als éischt emol d’Hydraulik an d’MSRTechnik vun dësem Demonstratordaach ausleeën an op Hand vun de Miessungen d’Steierung a Regelung vun der Anlag ze optimiséieren esou wéi d’Ergebnisser auszewäerten. Op der Abildung 1 gëtt de Schema vun der Anlag gewisen. Hei kann een erkennen, dass d’Anlag insgesamt 11 Temperatursensoren, 2 Duerchflossmiessgeräter esou wéi en Strahlungssensor an en Stroumziehler huet. Hydraulesch gesi sinn dräi Anlagenkomponente besonnesch wichteg. Als éischt de Waarmwaasserspäicher, dann d’Pompel a schliisslech d‘Daachelement. Daachelement an der Einzahl well déi Elementer ginn nom TichelmannPrinzip hydraulesch ugeschloss a wierken doduercher wéi ee grousst Element. Nodeems dës Anlag endlech gebaut an déi ganz Technik operationell war, huet endlech d’Versuchszäit ugefaang. An eisem Fall ass d’Versuchszäit vum 20.07.2013-20.09.2013 gaangen an an där Zäit goufe knapp 1,9 Millioune Moosswerter vum Datenlogger opgezeechent a mat Hëllef vun engem bekannte Kalkulatiounsprogramm ausgewäert. Fir mech kuerz ze faasse proposéieren ech iech zwou

Grafike mat deenen ech probéiere wäert alles wat wichteg ass ze erklären. An der Abildung 4 ass rout den Temperaturverlaf vu Wärmeträgerfluid aus dem Daachelement an a gréng den Temperaturverlaf vum Waasser am Späicher gezeechent. Dobäi sief gesot dass de Späicher 271 Liter grouss ass. Grondsätzlech funktionéiert d’Dréihzuehlregelung vun der Pompel iwwer eng sou genannten Temperaturdifferenzregelung. Konkret bedeit dat dass wann d’Temperatur vum Fluid dat aus dem Dach leeft ëm 2 °C méi héich ass wei d’Temperatur am Späicher da leeft d’Pompel well de Daach duerch d’Sonn dee Moment waarm ass. Et kann ee gesinn dass am Summer Temperature vu bis zu 55 °C aus dem Dach kënnen erreecht ginn. Als Indikatioun, déi meescht vun iech benotze kaum Waarmwaasser wat méi wéi 40°C waarm ass. Zu de Resultater. An dësen zwee Méint huet d’Anlag insgesamt 241,6 Kilowattstonnen un thermescher Energie produzéiert. Dovunner sinn 51,7% wierklech als Wäermt (ech wéilt gäre soen aus dem Krunn) beim Notzer ukomm. 35,3% sinn d’Zuleitungs a Röhrenverloschter, dorunner muss een nach schaffen, z.B. an deem een d’Uschlëss besser dämmt

Abbildung 1: Schema vun der Anlag

Demonstratordaach, dem Elio seng Masteraarbecht

bulli Wanter 2013 l 29


a 17,7% sinn d’Verloschter aus dem Späicher. De Stroumverbrauch vun der D’Pompel war, an dat war eng grouss Iwwerraschung, ganz geréng. Pro 100 Kilowattstonne produzéierter thermescher Energie si knapp 1,5 Kilowattstonne vun der Pompel verbraucht ginn. Als Konklusioun kann ee soen dass dëst Daachelement manner Wierksam ass wéi een normale Sonnekollektor mä e Sonnekollektor brauch awer nach en Daach op deen een e ka setzen.

D‘Element dat ech iech hei virgestallt hunn ass een all-in-one Daach an dat mécht seng Partikularitéit aus. Ech hoffen dësen Artikel huet iech ee klengen Abléck an dëse Fuerschungsprojet ginn an och méi generell iwwer d’Solarthermie. Bei weiderem Interessi kënnt dir mir gäre schreiwen (mäi Kontakt ass am Ufank vum Bulli ze fannen) Elio Rerman

Kapillarrohrmatte EnTex-Platte PUR-PLatte Holzspanplatte Abbildung 2: Schnëtt Opbau

Abbildung 3: Resultater

Abbildung 4: Temperaturverlaf

Demonstratordaach, dem Elio seng Masteraarbecht

bulli Wanter 2013 l 31


32 l bulli Wanter 2013


C

M

Y

CM

MY

CY

CMY

K

bulli Wanter 2013 l 33


COMPETENCES + CRE ATIVIT Y = INNOVATION • Global leader in Ironmaking Technologies – Construction of complete blast furnaces, coke ovens, sinter and recycling plants – Advanced environmental protection technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com

34 l bulli Wanter 2013

SAF E T Y S IED

TEM YS

Visit our website www.paulwurth.com

CERT IF

Paul Wurth S.A. – Human Resources 32, rue d’Alsace • L-1122 LUXEMBOURG • Tel.: (+352) 4970–2251 VCA**

ISO 9001 ISO 14001 BUREAU VERITAS Certification

Velkommen til København

VINCOTTE

N° BXL 05000141 / N° BEL BXL 153669


www.arcelormittal.com

This is us

ArcelorMittal is supplying steel beams for most of the skyscrapers in the world, including Jumbo beams in high strength Grade 65 steel. We are the only company in the world capable of providing these beams.

Did you know?


bulli Wanter 2013  
bulli Wanter 2013  

ANEIL bulli Wanter 2013

Advertisement