Page 1

bulli

Hierscht 2013

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2013 5 Summerevent: Visite bei Ceratizit 7 Summerevent: Visite bei der Cargolux 11 Summerevent: Visite bei Caves St. Martin 15 EYE@Antwerpen 2013 19 Velkommen til København 23

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Max Muller Philippe Theisen Marc Sinner

Gilles Nies Venant Pirrotte Diego Barilozzi

Chefredakter: Max Schmitz Layout: Max Schmitz Cover Foto: www.sios.net.au Drock: Imprimerie Centrale

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

2 l bulli Hierscht 2013

Iwwersiicht an Impressum


Virwuert

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, dir halt d’Hierschteditioun vum Bulli an den Hänn, deen iech rëm vill erzielt iwwert äre (Lieblings)veräin a seng Leit! Eise wichtegsten Event vum Summer war natierlech rëm eist Summerevent, dat sou lues eng Traditioun gëtt. Mat villen interesséierte Leit si mer d’Ceratizit, d’Cargolux an de Gales St.Martin besiche gaangen. Iwwert all Visite fannt der op de nächste Säiten e Rapport an e puer Fotoen. Mir freeën eis schonn op nächste Summer! Ech war och rëm op der Hierschtkonferenz vun European Young Engineers, déi dëst Joer zu Antwerpen war. Méi dozou a mengem Rapport, just mol direkt: et war immens! Och 2014 ginn et wahrscheinlech rëm 2 Konferenzen, d’Invitatioun un all ANEIL Member steet...

Virwuert

E läschte Rapport dann nach vun eisem Comitésmember, dem Gilles, dee während sengem Stage souwuel zu Stuttgart wéi och zu Kopenhagen geschafft huet. Et ass ëmmer flott, vun sou Erfahrungen ze liesen, falls also ee vun iech léiwe Lieser och eng Kéier an dëse gléckleche Fall kënnt: de Bulli freet sech iwwert e puer Wierder a Fotoen vun iech. Am Moment lafen d’Arbechten am Comité op Héichtueren fir d’Events vum Rescht vum Joer: Foire de l’étudiant, Rees a Prix Enovos...et steet nach vill un. Ech wënschen iech all vill Spaass mam Bulli an e gudde Start an d’Wantersemester! Äre Presi Venant

bulli Hierscht 2013 l 3


Comité 2013 Venant Pirrotte

Eric Gonderinger

Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL

Oochen Maschinnebau

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

venant.pirrotte@aneil.lu

eric.gonderinger@aneil.lu

Philippe Theisen

Elio Rerman

Oochen Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 691 881 549 +49 176 551 963 32

+352 621 36 32 99 +49 173 97 88 124

philippe.theisen@aneil.lu

elio.rerman@aneil.lu

Max Schmitz

Gilles Nies

Zürich Maschinenbau

Oochen Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 59 55 281

+352 691 69 45 94 +49 157 75 16 8421

max.schmitz@aneil.lu

gilles.nies@aneil.lu

Yves Duhr

Florian Pfleiderer

Oochen Informatik

Zürich Maschinenbau

+352 621 483 134 +49 178 89 29 370

+352 621 700 063 +41 78 819 36 05

yves.duhr@aneil.lu

florian.pfleiderer@aneil.lu

Président

Responsable Information

Responsable Publications

Coopté Site Internet

Vice-Président & Partenaires

Trésorier

Responsable Table Ronde

Responsable Visites & Voyage

Hugo Simões Martins Responsable Foire Lëtzebuerg Bauingenieur

hugo.simoes@aneil.lu

Comité 2013

bulli Hierscht 2013 l 5


Offrir aux pistes d’aéroport tout le savoir-faire de nos routes, c’est notre métier. www.karpkneip.lu


Summerevent: Visite bei Ceratizit

De Summerevent 2013 ass dëst Joer mat der Visite vu Ceratizit zu Mamer lass gaangen. Mam Bus ass et direkt moies op de Site vun der Ceratizit zwësche Mamer an Holzem gaangen, wou eng kleng Visite vum ganze Wierk bis Mëttes geplangt war. An der Receptioun goufe mir dann och direkt vun eisem Guide, dem Pierre, empfaangen, deen eis als éischt puer allgemeng Informatiounen iwwert Caratizit erzielt huelt. De Grupp Ceratizit huet weltwäit méi wéi 5500 Mataarbechter an huet 3 Produktiounswierker hei zu Lëtzebuerg: Léiweng, Niedercours a Mamer. Fir de reiwungslose Produktiounprozess schaffen iwwert 1000 Leit zu Mamer an dat an 3 Schichten. Ceratizit ass ee vun de gréisste Pionéier fir Hartstoffléisungen a produzéiert innovativ Hartstoffproduite fir Zerspanung a géint de Verschläiss. Zu Mamer ginn Hartmetalldeeler, wéi zum Beispill Buerkäpp, Düse fir Waasserstrahlschneider a Wendeschneidplatten hiergestallt. Obwuel d’Produktioun zeréckgaangen ass, ginn natierlech och nach ëmmer déi berühmte Kugele fir Biker hei produzéiert. Fir all méiglech Beräicher, ob Automobilindustrie oder Medizintechnik, ginn

Summerevent: Visite bei Ceratizit

Hartmetallprodukter hirgestallt. Dorënner souguer och Deeler fir Stanzmaschinne fir Binden oder suguer ganz Aueren aus Hartmetall. Virum Rondgang duerch d‘Wierk krut dunn jiddereen nach ee Sécherheetsbrëll an d’Uweisung keng Fotoen ze maachen. Den éischte Schrëtt bei der Hirstellung vun Hartmetall ass d‘Pouderie. Hei gëtt als éischt de Wolframcarbid an de Cobalt a weider Additiven an enger Kugelmillen e puer Stonne gemuelen. Dobäi gëtt Ethanol als Muelflëssegkeet benotzt, wat een och direkt bei de Maschinne geroch huet. No dësem Aarbechtsprozess huet een e Polver, Granulat oder eng knetbar Masse, déi dann weiderverschafft ka ginn. Beim nächste Schrëtt gëtt duerch Pressen d’Granulat oder duerch Extrusioun ee plus ou moins formstabilt Stéck hirgestallt. Hei si souguer hydraulesch Pressen dobäi, déi eng Laascht vu 400 Tonnen opbrénge kënnen an sou ass déi éischt grob Form vum Baudeel hirgestallt. Virum Sintern duerchleeft dëse kompriméierte Block nach verschidde Schrëtt wéi beispillsweis Schneiden, Schläifen, Virsintern oder Fräsen. Zu Mamer ginn et siwe verschidde Linnen, déi sech duerch hier

bulli Hierscht 2013 l 7


Votre futur au sein d’un groupe d’avenir. Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes. Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

Energy in motion

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services. Envie de nous rejoindre?

creos.net


Beaarbechtungsschrëtter ënnerscheeden. Wéieng Linn eng Charge duerchleeft, hänkt vun der Gréisst vum Baustéck, vun der Komplexitéit vun der Form an vun der bestallter Unzuel vun Deeler of. No dësem Schrëtt kommen d’Stécker dann an den Sinteruewen. Hei gëtt ënner héijer Temperatur a mat Drock d’Stéck “zesummengebak”. Duerch d‘Sintern ass sou aus dem grobkörnege Grünkörper een héichfest an dicht Stéck hirgestallt ginn. Dëst huet dann och déi endgülteg Eegenschafte wéi

Härt an Festegkeet. D’Stéck huet zwar nach déi selwecht Form mee ass awer geschrumpft an huet nëmmen nach 50 % vun sengem initialen Volumen. Well all Deeler duerch dëse Prozess duerch mussen, laafen dës Iewe 24 op 24, 7 op 7. Duerch den héige Stromverbrauch vun den Iewen huet d’Wierk zu Mamer och säin eegene Stroumtrafo, deen sou déi néideg Energie bereedstelle kann. Nom Sintern kommen dann nach e puer Aarbeschtsschrëtter wéi d’Rectificatioun, wou Kanten, Radien an Oberflächen vum Hartmetall geschlaff ginn. Beim “Traitement de surface” kréien d’Haartmetallstécker nach eng Beschichtung, zum Beispill duerch Sandstrahlen oder Galvanisatioun. Schlussendlech ginn d’Stécker nach beschrëft a verpaakt. Dëst geschitt an der leschter Statioun vun der Produktiounsketten, dem Coating. Hei ginn d’Commanden dann nach emol kontrolléiert an alles fir d’Verschécke vun den Haarmetalldeeler an d‘Weeër geleet.

Summerevent: Visite bei Ceratizit

Nieft dem ganze Produktiounsprozess hu mir dann och nach ee Bléck an d’Raimlechkeete vum Centre de Recherche Ceratizit (CRC) gehäit. Hei si Laboratoire wou Controlen an Analysen mat ganz moderne Methoden a Geräter gemaach ginn. Desweidere ginn och ëmmer rëm nei Methode gesicht, d’Haartmetall nach besser ze maachen (z.B. eng méi héich Festegkeet) a weiderzeentwéckelen. Well hei d‘Fuerschung um allerhéichsten Niveau bedriwwe gëtt, si mir nach eemol drophigewise ginn, keng Fotoen ze maachen, well et schon eemol

virkomm ass, dass Chinese probéiert hunn nei Technologien ze kopéieren. Um Enn vun der Visite krute mer nach den Hinweis, dass ee sech gäre fir Stage bei Ceratizit melle kann oder sech bewerbe kann wann een seng Studien an de Beräicher Physik, Maschinnebau, Materialwëssenschaften oder sonsteg Studiegäng, déi wichteg sinn an enger Entreprise vun Haartmetall, gemaach huet. Op dëser Plaatz soen ech nach emol eisem Guide villmools Merci fir déi ganz interessant Visite duerch d’Wierk. Max Muller

bulli Hierscht 2013 l 9


Construisons ensemble votre futur !

@

€ Avec plus de 3600 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, le groupe P&T est le 5e employeur du pays. Avec sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, P&T est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 25 nationalités différentes. Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous ! 1

P&TLuxembourg, Partout. Avec vous. une entreprise innovante. E n t r e p r i s e d e s P o s t e s e t Té l é c o m m u n i c a t i o n s - L - 2 0 2 0 L u x e m b o u r g - w w w . p t . l u - j o b s @ e p t . l u


Summerevent: Visite bei der Cargolux

Mat ca. enger hallwer Stonn Retard (déi mer vun der Ceratizit matbruecht hunn) si mer mam Bus beim neien Hangar vun der Cargolux ukomm. An jo, mir hunn et direkt fonnt a sinn net laanscht gefuer! Wéi sech spéider erausstellt, sollt dat op dësem gutt gefëllten Dag eng Ausnahm bleiwen. No der Ausstattung mat Badgen a Sécherheetswesten an der üblecher Sécherheetskontroll stounge mer och schonn am Hangar, direkt virun der Nues vun engem vun der Cargolux hiren neien Jumboen (Boeing 7478F). Der Cargolux hir Flotte besteet momentan aus knapp 20 Fligeren, dorënner déi méi al Boeing 747-400F an déi ganz nei Boeing 747-8F. Mat Freed hu mer dierfe gewuer ginn, datt d’Auslaaschtung vun der Flotte sech an de läschte Méint successiv verbessert huet, sou datt momentan all Fligere gebraucht ginn. Et geet also nees biergop matt eiser nationaler Frachtfluchgesellschaft. D’Gréisst vum neien Hangar ass impressionant: zwee Boeing 747-8F passe ganz eran. Esou e Fliger ass 76,40 m laang, 19,41 m héich an huet eng Spannwäit vun 68,45 m. An dësem Hangar kënnen all Aarbechten dréchen a geschützt viru Wand a Keelt duerchgefouert ginn. Fir d’Mataarbechter

Summerevent: Visite bei Cargolux

ass dat zweiwellos e grousse Gewënn par Rapport zum alen Hangar, deen op ass. D’Cargolux mécht zwou Zorte vu Routine-Operatiounen un de Boeing 747 aus der eegener Flotte an deene vun externe Clienten: den A-Check an den C-Check. Den A-Check gëtt all 500-800 Fluchstonne gemaach. E brauch ca. 50 Aarbechtsstonnen an kann innerhalb vun engem Dag gemaach ginn. Den C-Check gëtt all 15-20 Méint gemaach an brauch ca. 5000 Aarbechtsstonnen. E brauch 1-2 Wochen. Bei all C-Check gi vum Constructeur virgeschriwwen Deeler genau inspizéiert an wann néideg ausgetosch. Bei dëser Visite hu mer geléiert, datt an der FligerMaintenance alles genee reglementéiert ass an datt keng Schrauf däerf ausgewiesselt ginn, ouni datt et dofir am Maintenance-Buch vum Flieger eng Prozedur gëtt. Am Fall vun engem Problem, deen net am Maintenance-Buch beschriwwen ass, muss eng Ufro beim Constructeur gemaach ginn fir gemeinsam eng Léisung ze fannen. All Reparatur déi gemaach gëtt, muss genee protokolléiert a vun enger zweeter Persoun ofgeseent ginn. D’Team, wat sech ëm d’Maintenance këmmert, ass international. All schrëftlech a mëndlech Kommunikatioun am Service Maintenance fënnt op Englesch statt. An de leschte Joeren huet den Undeel u Lëtzebuerger sech

bulli Hierscht 2013 l 11


positiv entwéckelt. Am Beräich vun der MecanicienAusbildung schaffe Luxair a Cargolux mam Lycée Technique Emile Metz zesummen. Duerno si mer déi eenzel Ateliere kucke gaangen. An dëse ginn eenzel Baudeeler vun de Fligere gefléckt. E speziellen Atelier ass dee fir d’Verbundstoffer. Während fréier Fligeren zu engem groussen Deel aus Metall waren, geet haut den Trend ganz kloer a Richtung Verbundstoffer. Den neie Boeing 787 Dreamliner an den Airbus A350 sinn zum allergréissten Deel esou gebaut. E weideren Ateiler dee mer besicht hunn ass dee vun de Pneuen. Bei der

Landung sinn Fligerpneuen enorme Belaaschtungen ausgesat, sou datt ganz streng Sécherheetsnorme gëllen. Wa bei der Landung e Pneu géing platzen an Deeler op der Landebunn leien bleiwen, kënnen déi beim nächste Fliger an d’Motore geroden an eng Katastroph ausléisen. Eis Visite bei der Cargolux huet eis gewisen, datt an der Aviatioun matt allerhéchste Sécherheetsstandarde geschafft gëtt. D’Mecanicienen hunn also eng ganz verantwortungsvoll Aufgab déi net ze ënnerschätzen ass. Marc Sinner

Tu veux faire la différence? Rejoins-nous et forge ton futur en tant que stagiaire ou diplômé! Notre monde est celui de la métallurgie des poudres et notre diversité, un challenge permanent. Contribue à ce que CERATIZIT continue d’être présent là où les matériaux durs comptent vraiment. Intègre l’une de nos jeunes équipes, assume des missions exigeantes, exerce une fonction de responsabilité tout en bénéficiant d’une marge de manœuvre importante et de plusieurs offres de formation continue.

minerai

poudre

produit final

Informe-toi sur notre site jobs.ceratizit.com/fr et dépose ta candidature en ligne.

CERATIZIT Luxembourg S.à r.l. 101, route de Holzem L-8232 Mamer Tel.: +352 312085 - 1 info@ceratizit.com http://www.ceratizit.com

12 l bulli Hierscht 2013


RETHINK CAREER THINK INNOVATION Researchers, PhD students, research support and administrative staff, students, join the leading public research employer in Luxembourg and work in a challenging environment.

Find all our job offers, thesis proposals, internships, etc. at www.tudor.lu/jobs

Innovating together

bulli Hierscht 2013 l 13


Esprit d’équipe. Humanité. Intégrité. Solidarité. Compétitivité. Les valeurs du rugby sont aussi nos valeurs. Cela explique pourquoi ce sport nous tient tant à coeur. D’autant que nous jouons également sur le terrain « vert », en multipliant les constructions durables et en appliquant scrupuleusement les normes ISO et OHSAS (Qualité, Sécurité & Environnement). www.cdclux.com Bâtir ensemble l’avenir en confiance

Les plus beaux challenges se préparent en équipe.


Summerevent: Visite bei Caves St. Martin

No der Visite vun Ceratizit zu Mamer a Cargolux um Findel si mer am spéiden Nomëtten op Réimech gefuer fir eis lescht, e bësse manner technesch Visite vun de Caves St Martin. Hei goufe mer vum Isabelle Gales (Caves Gales) empfaangen, wat eis kuerz erklärt huet wéi d‘Caves St Martin gegrënnt goufen. Kuerz nom éischte Weltkrich hu sech 1919 siwe Wënzer zesummegesat fir eppes „Extraes“ ze grënnen a sou sinn déi insgesamt 1 Kilometer laang a 25 Meter ënnert dem Buedem leiend Gäng am Fiels entstanen. Du si mer an d’Kellerei era gaangen an d’Leit am T-Shirt hu gemierkt, dass ee Pullover oder eng Jackett vläit awer dee bessere Choix gewiescht wier. An den ënnerierdesche Gäng herrscht eng Temperatur vun 12 °C an eng relativ Loftfiichtegkeet vun 80 %. Mir kruten erklärt, dass an deene klengen Inox-Tanke vun 3000 Liter d’Vins nobles entstinn, an deene méi groussen Tanken déi aner Wäiner. Een Aarbechter këmmert sech drëm de Wäin mat engem moderne Killsystem op 16-17 °C ze killen. Dunn sinn mer weider gaange bei déi grouss Betonstanken. Hei passen entweder 10 000 Liter oder 25 000 Liter eran

Summerevent: Visite bei Caves St Martin

Dës Tanken si fir d’Lagerung vum Wäin geduecht a wore bei eiser Visite eidel. Am nächste Gang woren d’Fläsche vum Crémant op der Kopp gelagert. Nodeems mer puer Minutten do stounge sinn op emol all d’Luuchten ausgaangen sou dass mer d’Kellerei och an der kompletter Donkelheet genéisse konnten. Nodeems d’Mataarbechterin matkrut dass nach Leit an der Kellerei woren an d’Luuchten erëm u wore konnte mer mat der Visite weider fueren. Et sinn 90 000 Fläschen déi sechs Woche laang all Daag vun 2 Aarbechter gedréint ginn an ëmmer méi vertikal gestallt gi fir dass sech d’Hief am Fläschenhals ofsetze kann. 4 Zentimeter vum Fläschenhals gi gefruer an wann d’Fläsch opgemaach gëtt, gëtt duerch den Drock vun iwwer 6 Bar de gefruerenen Deel Flëssegkeet mat Hief aus der Fläsch gedréckt. Um Schluss gëtt d’Fläsch da mam „Liqueur“ opgefëllt. Dat ass e geheimt Rezept vun all Kellerei, besteet awer normalerweis aus Wäin mat méi oder manner Zocker fir Brut oder Sec. Wann de Crémant - no am ganzen 3 Joer - da fäerdeg ass, muss en déi verschidde Kriterie vun engem Crémant erfëllen, dat

bulli Hierscht 2013 l 15


NNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AME ICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE RENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BR AIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZE UERG / DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜ ICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN ANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAAR ACEL - DE/STUDENTEVERTRIEDER RÜCKEN / NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG ACEL / LOUVAIN steet fir /„Association des /Cercles ARIS / BASTOGNE / GRENOBLE MONTPELLIER RHEIN-MAI d‘Étudiants Luxembourgeois“. Säit der Grënnung am SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTER Joer 1984 huet/den Daachverband vun de lëtzebuerger Studentevereenegunge sech stänneg weiderentwéAACHEN / LËTZEBUERG / ckelt DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDEL a vereenegt momentan 44 aktiv Membercerclen. ERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLE NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNS D‘ACEL vertrëtt soumat insgesamt ronn 10.000 souwuel am Ausland wéi och zu ER / GRAZ / SAARBRÜCKENStudenten / NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUH Lëtzebuerg an ass domadder de gréissten a wichtegste STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE / GRENOBLE Studentevertrieder am Land. / LOUVAIN / MONTPEL IER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLI KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG / DÜSSELDORF / FRIBOUR WAT MÉCHT D‘ACEL? WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN IX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK Studenten representéieren: D‘ACEL /setzt sech/op nationalem an op internationalem Niveau fir / dem IÈGE / MÜNSTER GRAZ SAARBRÜCKEN / NORTH-AMERICA FREIBUR Student seng Rechter an. KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE / GRENOBLE / LOUVAI MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIE Studenten an zukünfteg Studenten informéieren: Duerch eng Rëtsch vu Publikatiounen versicht d‘ACEL de Jonken déi BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG / DÜSSELDORF néideg Informatiounen iwwer Studium, Uni an Aarbechtswelt mat op de RIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAAR Wee ze ginn. RÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN regroupéieren: NNSBRUCK /Studenten LIÈGE / MÜNSTER GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AMER Mat der Zesummenaarbecht/ vun hire Membercerclen organiséiert d‘ACEL all /Joers verschidden/ STRASBOURG Aktivitéiten an Eventer fir /deBASTOGNE Studenten eng A / FREIBURG KARLSRUHE / PARIS / GRENO Occasioun ze bidden sech zesummen ze fannen. LE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG contact@acel.lu ÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAU ANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GAL EN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN ORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BAS OGNE / GRENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWE EN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHE LËTZEBUERG / DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMU


sinn ënnert anerem 4 Bar Drock an d’Feinheet vun de Blosen. Zum Schluss huet Madame Gales eis nach e puer Maschinnen an Handwierksgeschir mat deem de Crément fréier hiergestallt gouf gewisen. Nodeems d’Visite fäerdeg war si mer zur d’Degustatioun iwwergaangen. Hei krute mer vun der Madame Gales erklärt wat déi eenzel Wäiner ausmécht a si huet sech vill Zäit geholl fir och déi

Summerevent: Visite bei Caves St Martin

banaalste Froen iwwert de Wäin ze beäntweren. Natierlech hu mir de Wäin och geschmaacht. Ënnert anerem krute mer Crémant, Pinot Noir „Rouge“, „Blanc“ a „ Rosé“, Gewürztraminer, Riesling Tradition 2010, Auxerrois a Pinot Gris ze schmaachen. Alles an allem en gelongen Ofschloss vum Aneil Summerevent 2013 mat dräi flotten an interessante Visiten. Diego Barilozzi

bulli Hierscht 2013 l 17


Where can I turn theory into practice? There can be no answers without people who ask questions. People like Fabian Runte.

Fabian Runte’s job gives him the opportunity to combine theory with practice. The knowledge he gained during his studies is put to good use at Siemens, where he works on the worldwide stage with colleagues from around our network, giving him valuable international experience. Such as his role in developing integrated social network platforms.

This involved working with offices in different countries and different time zones. At Siemens this kind of international teamwork is the norm. Siemens is always looking for students who look for new ways of doing things. Because to discover great answers, you have to ask big questions. So, where can your curiosity lead you? Dare to ask.

siemens.com/answers

2, rue des Sapins L-2513 Senningerberg TĂŠl. : 00352 / 34 90 90 Fax : 00352 / 34 94 33 E-mail : best@best.lu INGENIEURS-CONSEILS

18 l bulli Hierscht 2013

Dany WINBOMONT Fernand HENGEN Mike URBING Eric HANSEN Jean-Marc THOMAS


EYE@Antwerpen 2013

Déi Leit, déi regelméisseg eise Bulli liesen, wëssen dass d’ANEIL Member ass vun EYE, European Young Engineers. Déi grouss Associatioun, déi d’nächst Joer seng 20 Joer kritt, bréngt zwee mol am Joer eng gutt 100 Ingenieursstudenten a jonk Ingenieuren zesumme fir eng Konferenz vun 3 Deeg. Déi zweet an dësem Joer war, no Dublin, zu Antwerpen. Ech war rëm present fir d’ANEIL op dëser vu „KVIV Jongeren“ organiséierter Konferenz ze vertrieden. Lass gaang ass et Freides an der Mëttesstonn. Nodeems mer eis registréiert haten an eise Badge kruten ass et lass gaang op d’Visitten. Et goufe rëm vill interessant Saachen ugebueden, ech hat mech fir d’“Deurganckdok lock” entscheed. Dëst ass e risege Chantier fir 2016 déi gréisste Schleis vun der Welt a Betrib ze huelen. Mat der neier Verbindung tëscht Schelde a Waaslandkanal gëtt Antwerpen domadder nach méi interessant fir international Logisitkpartner vum Hafen, Raffinerien an Depoten. Déi längst Cargo Schëffer vun der Welt am Moment sinn ëm déi 400 m laang, an d’Schleis wäerten, wann se bis fäerdeg ass, Schëffer bis zu 500 m passen. Dëst just fir iech kloer ze maachen, wat fir e Mega Projet dëst ass!

EYE@Antwerpen 2013

Nodeems mer du mam Bus eis Kollegen an d’Atomkraaftwierk siche waren (eng weider proposéiert Visite) ass et direkt weider gaang an d’Gemeng. An dësem schéinen an ale Gebai matzen am Zentrum ass et mat der offizieller Eröffnung wieder gaang. No e puer Wieder vum aktuellen EYE President, dem Bert Goossens a verschiddene VIPs wéi dem Vice President vun Umicore ass et op den Éierewäi gaang, begleed vun engem exzellente Cornet frësch Fritten a Gulasch. E gemittleche Pub Crawl huet den Owend extrem amüsant ofgeschloss. Samschdes ass ëmmer den offiziellen Deel vun der Konferenz, sou dass mer all schéi propper ugedoen an d’Antwerp Maritime Academy gereest sinn, wou Workshops an Challenges op eis gewaart hunn. Workshops waren z.B. wéi ee seng Inbox meeschtere kann oder méi charismatesch riwwer komme ka bei Rieden. D’Challenges, déi ech leider hu missen ausloosse wéinst dem Council Meeting, waren z.B. Brëckebau mat Spaghettien oder dem Brauereispill, eng bekannte Supply Chain Management Übung.

bulli Hierscht 2013 l 19


Employing over 1600 people, covering markets worldwide from Luxembourg to Australia and operating 7 production facilities, Landewyck Group stands for a global and dynamic player active in tobacco, wholesale distribution, engineering and printing.

LANDEWYCK GROUP c/o Human Ressources 31, rue de Hollerich B.P. 2202 L-1022 Luxembourg Tel.: +352 49 39 39-1 info@lag.lu www.lag.lu


Owes ass et am schicken Zwir op de Gala Dinner gaang. Um Wee bei d’beandrockend Venue, engem vun de Festsäll vum Napoleon, si mer bei engem vun de bekannteste Chocolatieren vun Antwerpe stoebleiwe fir e klengen Tasting. Dëst war nach méi flott wéi mer eis et virgestallt haten, net nëmme wéinst dem exzellente Schokla, mä och wéinst witzege „Schoklas-Accessoires“: Lëppestëft, Massage Crème, Body Paint an eng Maschinn, fir Schokla ze sniffen, alles am Esprit vum bronge Gold. Beim sniffen war ech dobäi, et war interessant. ;)

vun der Industrie am Hafen erzielt, schliisslech hate mer souwuel en Ingenieur vun Exxon Mobile wéi och vun Total dobäi.

Ofgeschloss gouf den Owend mat engem fantasteschen Iessen, enger After-Party an enger schicker Strandbar an dono nach e bësse Clubbing (wat net einfach war, well mer eis verlaf hunn a fir d’éischt bei enger Gay Bar, an dono am Rotlichtmilieu gelant sinn. Et ass awer alles gutt ausgaang a mir hunn eng flott Bar fir eis fonnt [NET am Rotlichtmilieu ;)] ).

Ech hu mech nach mat Frënn aus England, Schottland an Irland getraff an den Owend an engem urege klenge Pub ausklénge gelooss. Déi lescht Verabschiedunge goufen dunn och hannert sech bruecht, ëmmer mam Verspriechen, eis op der nächster Konferenz erëmzegesinn.

Nodeems mer Sonndes e bëssen ausgeschlof hunn ass et op e klengen Trëppeltour duerch dat schéint Antwerpe gaang. Eis Guiden hunn eis vill erzielt vun der aler Hafestad, eis lescht Etapp war dunn och d’Felix Pakhuis, een alen Depot beim alen Hafen. Do ass et wieder gaang mat der Closing Ceremony an engem klengen Éierewäin. Déi éischt Leit hu sech do scho misse verabschiden, sou dass et schonn déi éischt Ronn vun Ëmaarmungen a Kusse gouf. Fir eis, déi déi nach bleiwe konnten, ass de Spaass du sou richteg lass gaang: Mir goufe mat engem grousse Boot duerch den Hafe vun Antwerpe gefouert a kruten ofwiesselnd vun der Geschicht vum Hafen a

EYE@Antwerpen 2013

Owes ass et nach e bëssen duerch d’Stad gaang, ech war mat Leit vum VDI aus Däitschland, KVIV aus der Belge, Bulgaren an Ungaren an engem Kolleg vun Engineers Ireland nach d’al Gare kucken an eppes klenges Iessen. Déi däitsch si fréi Moies gefuer, dowéinst sinn déi och mol eng Kéier frei schlofe gaang.

Dëst war meng 4. Konferenz, an ech ka just eppes soen: ech hu mech idiotesch gutt ameséiert. Ech ka jidderengem nëmmen un d’Häerz leeën, eng Kéier matzekommen: et ass derwäert! Bei Froen, mellt iech einfach bei mir (venant. pirrotte@aneil.lu)! Venant Pirrotte

bulli Hierscht 2013 l 21


Certification de systèmes qualité selon EN ISO 9001 et EN ISO 13485:2003 Gestion de la sécurité de l'information selon EN ISO 27001 Organisme Notifié N° 0499 - Marquage CE (Dispositifs médicaux, ascenseurs, bateaux de plaisance…) Autorité compétente désignée par le Ministère des Transports en matière de certification automobile

Accréditation N° 4/001 Norme ISO/CEI 17021

Accréditation N° 5/001 Norme EN45011

11, rue de Luxembourg L-5230 Sandweiler Tél. 35 72 14-250 • Fax : 35 72 14-244 e-mail : info@snch.lu


Velkommen til København

Fir dem ustrengende Studentenalldag zu Oochen z’entkommen an mäin theoretescht Wësse vu mëttlerweil 9 Semesteren op der RWTH am Bauingenieurstudium endlech mol kënnen unzewennen, hunn ech mer iwwerluecht am Summersemester 2013 en Auslandspraktikum bei der däitscher Bauentreprise ZÜBLIN ze maachen. Meng Rees hat mat annerhallwem Mount Openthalt zu Stuttgart am Haaptquartéier vun der Firma ugefaangen, ier et dunn fir 4 Méint op Kopenhagen gaangen ass.

Summer souguer en direkte Fluch an déi dänesch Metropol agefouert.) Kee Wonner, dass ee fir déi grouss Ustréim u Visiteuren, déi eege Kapazitéiten erhéije muss, fir d’Attraktivitéit weiderhin oprecht z’erhalen. Éiergäizeg Projete sinn do nieft engem geplangten Tunnel vun Däitschland an Dänemark (Fehmarn-Belt-Tunnel, ca. 4Mia.€) och d’Schafe vun engem komplett neie Staddeel am Süde vu Kopenhagen an de Réaménagement vun hirem Nordhafen als weideren neie Stadvéierel a Croisièresterminal.

Mäin Interesse loung doranner, e méi genauen Abléck an d’Tätegkeetsfeld vun engem Bauleeder (dat ass net de Chef Chantier, mee den Ingenieur dee sur place ass fir verschidden Deeler vun der Baustell z’organiséieren an ze kontrolléieren ob dat och alles sou klappt wéi geplangt) op engem grousse Chantier ze kréien.

Op dësem leschtgenannte Projet duerft ech a mengem Praktikum mat deelhuelen. Et gëtt sech erwaart, dass bis 2050 eng 40.000 Leit an dësem Véierel wunnen an eng weider 60.000 hei schaffe wäerten. Dozou kommen Dausende vun Touristen, déi all Dag um Croisièresquai moies undocken an owes rëm weider Richtung Ostsee oder Norwegen/Schweden weiderreese wäerten. Hei kann ee sech dann d’Dimensioune vun sou engem Projet virstellen. Um Bild 3 kann ee gutt den aktuellen Nordhafen erkennen. Zu eiser Baustell gehéieren de Croisièresquai an eng Moossnahm zur Hafenvergréisserung op der ëstlecher Säit duerch Landgewannung. Dës alleng huet eng Fläch vun ca. 100 Hektar.

Dat klengt Dänemark ass am Moment amgaang sech a punkto Attraktivitéit fir Touristen, auslännesch Geschäftsleit a Studenten opzemaachen. Déi exzellent geografesch Positioun an d’Roll, déi et als direkt Bindeglied zwëscht dem europäesche Festland a Skandinavien anhëlt, léisst momentan den Tourismus am Land boomen. (D’Luxair huet am

Velkommen til København

bulli Hierscht 2013 l 23


PARLONS DE VOUS

BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Communication Marketing Décembre 2013

Pour mes études, vous avez quoi au menu

?

Plus d’infos en agence , au (+352) 42 42-2000 ou sur startin.lu startin.lu startin.lu

Offre soumise à conditions et sous réserve d’acceptation du dossier. Le détail de l’offre est disponible en agence et sur startin.lu

*


Déi ganz Baustell besteet eigentlech graff gesot doranner, dem Waasser Flächen z’enthuelen an se als Land ëmzefonktionnéiere fir den Nordhafen ze vergréisseren. Dozou ginn an enger éischter Phase Palplanchen, déi iwwregens all vun ArcelorMittal hiergestallt goufen, mat risege Gerätschaften an de Mieresbuede gerammt an ënnertenee verschweesst. Fir d’Stabilitéit z’erhéijen, ginn dës stole Wänn zweereiheg als sougenannte “Kofferdamm” ausgefouert an dono mat Sand am Zwëscheraum opgefëllt. Réischt wann dës Konstruktioun fäerdeg

den Dampferen zwëschenzelageren an dono an d’Kanalisatioun ofzeginn. Obwuel déi eigentlech Terminaler net vun ZÜBLIN gebaut gi sinn, hu mir eis ëm d’Fundamenter gekëmmert, wat op deem opgeschottene Sand net sou einfach war. Well sech de Buedem setze kann a wäert, goufen d’Terminaler quasi als “frei schwebend” op enger Konstruktioun mat Péil gebaut. Dës sinn iwwer 15 Meter laang a gi mat grousser Kraaft an de Mieresbuedem gerammt fir hir definitiv Stabilitéit ze kréien. D’Buedeplatt gouf mat Färdegdeeler aus Spannbeton ausgefouert, déi

Bild 1: De fäerdege Betonkai, mat Fenderen – fir dass d’Schëffer an de Quai net beschiedegt ginn – an d’Polleren an op der rietser Säit d’Stuermpolleren – fir d’Schëffer och bei schlechtem Wieder anstänneg festmaachen ze kënnen. Am Hannergrond gesäit een d’Stad an de bestehende Quai, wou e Croisièresschëff uläit. Hannert de fetten Stuermpolleren wäerten nach 3 grouss Terminalgebaier gebaut ginn!

Bild 2: Hei sinn d‘Aarbechter grad dobäi de Beton an d‘Réier ze pompelen. De Schlauch deen um Bild ze erkennen ass, ass den Ausleeër vun der Betoneuse, déi op dem selwechte Ponton steet vun deem aus d‘Foto gemaach gouf. D‘Réier déi méi gro sinn, sinn scho mat Beton gefëllt, déi brong musse nach ausbetonéiert ginn.

ass, gëtt de ganzen Areal mat Buedem gefëllt an eng nei Landfläch entsteet. Op dëser Basis kënnen dann x-beliebeg Aarte vu Wunnbauten oder Büroskomplexer gebaut ginn. Well zu Kopenhagen selwer grad de Metro erweidert gëtt, ass dee fir ze fëlle gebrauchte Buedem gréisstendeels deen, deen an der Stad grad erausgebuert gëtt.

an Dänemark zimlech beléiwt sinn, well een se op bal all Chantier gesäit. De Virgang geet zimlech schnell, well di fäerdeg Platten nëmmen op de Chantier geliwwert an agebaut musse ginn an d’Aarbechter dono nëmmen nach d’Foue mat vergläichsweis wéineg Beton zoumaache mussen.

De Croisièresquai besteet aus enger Stolbetonsmauer iwwert 1km Längt. Dës Konstruktioun ass mat der Palplanche fest verbonnen. Betonnéiert goufe jeeweils Ofschnëtter vu ronn 50m, heiansdo souguer 2 am Dag – dëst ware dann ronn 320 m3 Beton. D’Bauwierk erméiglecht 3 grousse Croisièresschëffer (Bild vun der Costa Concordia hutt der sécher nach all virun An) hannerteneen unzeleeën. Well den Hafen och Start- an Zilukonft vu ville Croisièren ass, mussen natierlech nieft 3 groussen, jeeweils 100m laangen Terminaler – 1 fir all Schëff – och riseg, ënnerierdesch Spullbauwierker virgesi ginn, déi et erméiglechen a kierzester Zäit dat gesamt Schmotzwaasser aus

Velkommen til København

Den interessantesten Deel vu mengem Stage ass allerdéngs op der Kofferdammbaustell gewiescht. Fir déi eenzel Säite vun dëser Ofgrennzung zousätzlech ze verstäerken, ass zwëschen all Palplanche en huele Rouer gesat ginn, deen dono sollt ausbetonnéiert ginn. Zousätzlech goufen déi zwou Maueren mat Ankeren an Drockstriewen ausgesteift fir der Wellekraaft vum Waasser am Øresund ze trotzen. Dës Kraaft, déi duerch en ellene Wanter zousätzlech verstäerkt gouf, huet eng stole Konstruktioun op enger Längt vun honnerte Meter sou beschiedegt a verbéit, dass di gesamt Réier a Palplanchen rëm ausgebaut an duerch nei Deeler ersat ginn hu mussen. Fir dëst nach eng Kéier ze vermeiden,

bulli Hierscht 2013 l 25


wollten d’Ingenieuren de Beton nach virum Wanter an all d’Réier verfëllen, fir engem erneite Réckschlag duerch d’Wieder entgéint ze wierken. De Problem un de meeschte Réier war allerdéngs, dass se ze wäit vum Festland wech loungen, fir se vun do aus ze betonéieren. Eng sécher Method ass, d’Betonnièren matsamt Betonpompel op e Ponton ze lueden an se domadder bis op déi gewënschte Plaatz ze féieren, eidel ze maachen an zréck ze bréngen. Den Hoken dobäi ass, dass an engem Dag bal 200m3 betonéiert goufen an dofir iwwert 20 Betonneusen an deementspriechend Aller-Retoure missen opbruecht ginn, wat vill ze vill Zäit ewechhëlt. D’Léisung fir e schnelle Betonnéiervirgang z’erméiglechen, ass du vu mengem Chef mam Pompele vum Beton fonnt ginn, deen aus senger Vergaangenheet als Tunnelbauer schonn Erfahrungen domadder gesammelt huet. Eng op héich Dréck (bis zu 200 bar) ëmgebaute Pompel huet de Beton vum Pier aus, duerch speziell dofir ausgeluechte Réier, bis an eng mobil Autopompel, déi op engem Ponton verankert war, befördert. Dës huet de Beton dunn réischt op seng endgülteg Abauplaatz verdeelt. Fir d’Leitung ze passéieren, brauch de Beton ronn 20 Minutten. Et kann ee sech also virstellen, dass jeweils eng ordentlech Quantitéit u Beton an de Réier war. D’Qualitéit an d’Konsistenz spillen hei eng grouss Roll, dass de

Beton net am Rouer entmëscht gëtt oder de ganze Buttek verstoppt. Den Challenge war virun allem déi riseg Distanz vun iwwer 1,1km an de Mangel un Erfahrungswerter fir esou eng Längt. Duerch den Know-How vu mengem Chef an deenen aneren Bedeelegten, der richteger Betonszësummesetzung souwéi Pompelastellung an der rechtzäiteger Materialliwwerung, konnt dës Etappe erfollegräich ofgeschloss ginn. 4 Méint op der Baustell verginn zimlech schnell, obwuel all Dag ausser Sonndes vill Stonne geschafft goufen. De Virdeel ass, dass ech vill op där interessanter Groussbaustell geléiert hunn, donieft ass Kopenhagen eng extrem liewenswäert, mee souguer fir lëtzebuergesch Verhältnisser deier Stad. Wat den ëffentlechen Transport, d’Nohaltegkeet an d’Velofueren ugeet, ass déi dänesch Haaptstaat wuel kaum ze schloen. Ech hu mech hei richteg wuelgefillt an d’Däne maachen engem dat och net allze schwéier. Den Auslandspraktikum hat ech als Mëschung zwëschen engem Erasmus- an engem Stagesemester gewielt a koum domadder voll op meng Käschten. Ech kann, wéi och scho wahrscheinlech Virgänger vu mir hei am Bulli, jidderengem eng Auslandserfahrung nëmme wäermstens empfehlen. Gilles Nies

Kopenhagen City

Croisièresquai

Büroen

Kofferdamm

Bild 3: Iwwerbléck vun der Baustell

26 l bulli Hierscht 2013

Velkommen til København


bulli Hierscht 2013  
bulli Hierscht 2013  

ANEIL bulli Hierscht 2013

Advertisement