Page 9

fléien dass Kollisiounen an aner eventuell Problemer verhënnert ginn, woufir natierlech och eng gutt funktionéierend Kommunikatioun an ee méiglechst präzisen Tracking vun dëse muss séchergestallt ginn. All dat heite si relativ komplex an net all ze einfach Aarbechten, déi vill Kënnen, Konzentratioun an Talent vun de Mataarbechter verlaangen. Natierlech sinn sou Saache wéi d‘Parten um internationale Marché an e puer weider charakteriséierend Zuelen net vernoléissegt ginn. Awer och d‘Entstehungsgeschicht vun dëser Firma, déi een ufangs steenege Wee huet misse goen, fir mëttlerweil op engem weltwäite Plang eng considérabel Gréisst unzehuelen, ass eis un d‘Häerz geluecht ginn. Nodeems d‘Presentatioun dunn mat Äntwerten op nach eventuell opstoend Froen ofgeschloss ginn ass, a jiddereen nach ee schnelle Bléck op déi flott Présenten vun der SES Astra geworf hat, ass et dunn op eng kléng Visite Guidée duerch de Recht vun der Installatioun zu Betzder gaangen. Deen éischte Stopp hu mer an engem Gebai viru grousse Fënsteren ageluecht, déi eis vum

Visite bei SES Astra

Kontrollzentrum, vun deem aus d‘Satellitte geflu ginn, getrennt hunn. Mir konnten deene Leit, déi responsabel sinn fir d‘Satellitten op deene gewënschten Ëmlafbunnen ze halen, respektiv se dohin ze bréngen, op d‘Fangere kucken an eis vun hannert de Fënsteren, dervun iwwerzeegen dass se alles Richteg maache respektiv alles ënner Kontroll hunn. Wéi sech dunn och dee leschten heiru sat gekuckt hat si mer raus an d‘frësch Loft gaange Richtung “Satellitten-Park“. Impressionant do ze stoe viru gutt 50 Satellitten-Schosselen déi alleguer permanent mat genau engem Satellit a Verbindung stinn, dee jee no deems bis zu 36000 km vun eis fort ass, a vun do aus Informatiounen iwwert de ganze Globus ze schécken. Net nëmmen dat, mee mat Sécherheet och déi Variatioun un Gréissten, a wéi genau d‘SatellittenSchossele mussen ausgeriicht sinn, fir de Satellit kënnen iwwert esou eng grouss Distanz ze fokusséieren an domat eng kontinuéierlech Verbindung ze erhalen, huet déi eng oder aner Erënnerung geprägt. Hei wollte mer dunn natierlech och nach eng schéi

bulli Summer 2013 l 9

bulli 2013_2  

aneil bulli 2013_2