Page 7

Visite bei SES Astra

Wann ee sech freet wat d‘ANEIL derzou beweegt huet hier Memberen den 29. Mäerz 2013 Moies um 10 Auer an den Bësch zu Betzder ze lackelen, dann ass et net fir manner, wéi fir hannert d‘Kulisse vum zweet gréisste Satelittebedreiwer weltwäit, der SES Astra, luussen ze goen. D‘SES Astra huet hiren Haaptsëtz nämlech säit 1986 an enger fréierer Résidence Grand-Ducale, dem Schlass Betzder. Vum Parking aus, dee roueg a relativ ofgeleeë vu groussen Haaptstroosse läit ass et iwwert ee klenge Wee, ëmgi vu vill Gréngs an Natur, Richtung Schlass gaang. Dat duerch d‘SES Astra renovéierte Schlass Betzder impressionéiert net nëmmen duerch seng Vergaangenheet mee och duerch seng Schéinheet. De ganze Site iwwerzeegt am allgemengen duerch architektural Partikularitéite sou wéi déi gréng Ëmgebung vum ganze Schlass déi e calmen a récréativen Androck ouni grouss Hektik a Stress hannerléisst. Net nëmme vu baussen, mee awer och vu bannen, kann sech d‘SES Astra weise loossen. Dat huet sech och bestëmmt deen een oder anere Member geduecht, wéi mer op den Accueil an d‘Presentatioun vun der SES Astra duerch den Här

Visite bei SES Astra

Hoffmann gaange sinn, an ee Raum an deem vun engem technesche Point de Vue hir, mee awer och vu modernem Design näicht gefehlt huet. No enger klenger Taass Kaffi oder Jus, ass sech dunn net méi vum äusserlechen Erscheinungsbild vun der SES Astra oflenke gelooss ginn, mee et ass mat Informatioune bezüglech deem wat sech hannert deene flotte Fassade verstoppt, weider gaangen. Wéi sech erausgestallt huet ass dat net manner impressionant; mir sinn iwwert flott an innovativ Pläng fir d‘Zukunft gewuer ginn, déi ganz duerno orientéiert si fir déi héich Besoinen an Ufuerderungen un Informatiounskonsum an Informatiounsverbreedung ze meeschteren. Net nëmme wat d‘Zukunft sou fir interessant Challenge mat sech bréngt mee awer och dat woumat d‘SES Astra sech zur Zäit haaptsächlech beschäftegt ass erklärt ginn. Dat heescht esou zimlech alles wat et vu Satellitten a satellitten-reliéiert Operatioune gëtt: deelweis un neie Prototype mat fuerschen, se matentwéckelen, kucken dass déi gewënschten Informatiounen ouni Fehler iwwert déi richteg Satellitten iwwerdro ginn, an wat fir all dat ganz wichteg ass, d‘Satellitten iwwerhaapt mol op der richteger Ëmlaafbunn ze halen an se sou ze

bulli Summer 2013 l 7

bulli 2013_2  
bulli 2013_2  

aneil bulli 2013_2

Advertisement