Page 30

Dr John McMackin vun der DCU Business School. D‘Thema war am allgemengen Intercultural Communication, Energy an Change Management. Nomëttes ass et weider gaang mat de Workshops, wou et och weider iwwer Kommunikatioun, Management, Netzwierker an Energie gaang ass. Ech hu kee vun deene besicht, well ech als Council Member op der grousser Versammlung vun de Virstänn war. Mir haten e gudden Dialog mateneen de ganzen Dag, sou hunn sech z.B. d‘Däne virgestallt an ech hu vun den anere Veräiner wéi dem VDI

McGrath. No enger kuerzer Presentatioun vun der nächster Konferenz krute mer dunn nach e Workshop vun Engineers without Borders gebueden, ganz interessant, zemools d‘Gepréicher mam Responsable ware flott - dir erënnert iech, d‘ANEIL war d‘läscht Joer e Spender vun Ingenieure ohne Grenzen!

oder Engineers Ireland sou munnech Iddi notéiert, déi och fir eist Ländchen an eise Veräin interessant wieren.

passen, meng Foussverletzung aus Japan war nach net komplett kuréiert. Ech hunn déi Zäit genotzt a si mat Kollege vum VDI a vu KVIV Jongeren duerch d‘Diplomateveirel bis op d‘Plage getrëppelt an dono laanscht de Kanal zeréck an d‘Stad; Dublin ass eng wonnerschéi Stad a mir haten idiotesch vill Chance mam Wieder - laut mengem Taxi Chauffer hunn se 2 Joer drop gewaart.

Owes ass et dunn am schicken Zwir op de Gala Dinner gaang, an do gouf et e richtegen Event: den Dinner war an der aler Jameson Whiskey Distillery! Dat huet geheescht dass et fir d‘éischt mol e flotten Tour duerch d‘Expositioun gouf an et och e bëssen (wierklech just e bëssen) ze schmaache gouf. D‘Iesse selwer war am hauseegene Restaurant, an all Plat hat dann och seng kleng Jameson Komponent. Nom Iessen ass et du richteg lass gaang, mir haten eng ganz Mannschaft vun Irish Folk Museker do an Dänzer, déi fréier fir d‘Riverdance Show geschafft hunn. D‘Stëmmung ass och dunn ëmmer besser ginn, et huet keen et fäerdeg bruecht, sech net matrappen ze loossen! No engem klengen Ofstiecher an den Zentrum ass et dunn gutt gelaunt a mat ville gudden Erënnerungen an d‘Bett gaang. De läschten Dag si mer an de Siège vun Engineers Ireland getrëppelt, dee ganz nobäi war am Diplomatevéirel. Hei gouf d‘Konferenz offiziell ofgeschloss an och d‘Amtszäit vun eisem Secretary General, dem Tim Moenkedieck, beend. Nofolgerin ass seng Kollegin vun Engineers Ireland, d‘Siobhán

30 l bulli Summer 2013

Nomëttes gouf et nach e witzegen kulturellen Event, an zwar d‘Gaelic Games, eng Mëschung aus Football, Handball a Lacrosse. Ech hu leider misse

Et war rëm eng super Konferenz, no Rotterdam a Malta meng drëtt an et mécht vu Kéier zu Kéier méi Spaass. Dir, als Membere vun der ANEIL, hutt vill Virdeeler! Ofgesi vun all den Events déi mir, äre Comité organiséieren, sidd der automatesch och Membre non votant vun der ALI an eben och Member vun European Young Engineers. Dat heescht souvill wéi: dir sidd häerzlech wëllkomm, op sou eng Konferenz matzekommen. Déi nächst steet da scho virun der Dier, an zwar vum 6. bis den 8. September 2013 zu Antwerpen an der Belge. Mellt iech bei mir (venant.pirrotte@aneil.lu) falls der interesséiert sidd, ech sinn souwisou rëm präsent. Et géif mech an déi aner Membere vun EYE immens freeën! Venant

EYE@Dublin 2013

bulli 2013_2  

aneil bulli 2013_2