Page 3

Virwuert

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, d'Wieder huet endlech gedréit an de kale Wanter verjot. Och wann de Summer traditionell mat Exame belaascht ass fir eis Ingenieurstudenten, ass et dach agreabel mol rëm dobausse kënnen ze sinn ouni ze erfréieren. Dir liest grad den zweete Bulli vun dësem Joer 2013, a mir hunn iech rëm vill ze erzielen. Sou hu mer vill Rapporte vun eiser Rees (dëst Joer organiséiere mer fir d'éischte Kéier zwou Reesen an engem Joer, et kënnt also nach eng am Hierscht) op Stuttgart. Do ware mer ënner anerem bei Kärcher, Stuttgart21 an an de MercedesBenz Musée. Villmools Merci un déi Memberen déi mat waren an zemools e grousse Merci un déi, déi e Rapport geschriwwen hunn. Dann ass awer net ze vergiessen dass mer nach en anert, wann net souguer eist wichtegst Event haten - eise super Karfreideg. Deen Dag ware mer Moies eng Visite bei SES Astra maachen an dono war, no engem gudde Mëttegiessen, eis traditionell Table Ronde. Deen Dag wier net méiglech ouni eis Partner aus der Industrie an iech, léif Memberen! Dofir och e grousse Merci an déi 2 Richtunge vun eis all. Ech war och dëst Fréijoer rëm op d'Spring Conference vun European Young Engineers, dës Kéier op Dublin. Et war e mega Event, wéi der och a mengem Rapport kënnt noliesen. Déi nächst Konferenz, déi läscht fir dëst Joer, steet och scho rëm un, an zwar zu Virwuert

Antwerpen. Ech géif mech freeën, endlech och mol Membere vun der ANEIL mathuelen ze kënnen. An dësem Magazin fannt der nach 2 weider Rapporte vu Saachen, déi äre Comité ënnerholl huet. Dat ass fir d'éischt nach en ofschléissende Rapport vun eise Studieninfos, déi lo fir dëst Joer op en Enn gaange sinn. Mir haten dëst Joer rëm vill interesséiert Schüler virun eis sëtzen, sou dass ech denken dass et och nach an Zukunft Ingenieure wäerte ginn. :) Eng aner Aktivitéit war d'Presis Treffen vun der ACEL wou ech d'ANEIL vertriede war. Och wa lo Semesterferien sinn (vun den Examen hu mer jo scho geschwat...), heescht dat awer net dass de Comité lo och géif Paus maachen. Mir sëtze grad un der Organisatioun vun eisem Summerevent, dat iech Mëtt August erwaart - gleeft mer, dat gëtt eppes flottes! Ausserdeem lafen d'Virbereedungen fir d'Foire de l'étudiant an eis Rees am Hierscht lo och sou lues un. Ech hoffen, déi betraffe Leit vun iech hunn eng Demande fir de Prix d'Excellence vun der Fondation Enovos gemaach, och do stécht vill Aarbecht vun ärem Comité dran. Ofschléissend wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum Bulli an, am Numm vum ganze Comité, nach e schéinen an erhuelsame Summer a vill Succès an ären Examen. Venant bulli Summer 2013 l 3

bulli 2013_2  

aneil bulli 2013_2

Advertisement