Page 17

ACEL Presi Treff

Den 11. Mee huet d’ACEL d’Presidente vun all de lëtzebuerger Studentecerclen an d’Sandkaul op Walfer invitéiert. Bei dësem klengen informellen Treffen ass et haaptsächlech drëms gaang, dass d’Comitée vun all Cerlce solle wësse wat d’ACEL mécht a ween bei den anere Cerclen d’Soen huet. Natierlech war ech deen Dag och dobäi fir d‘ANEIL ze vertrieden, hei e klenge Resumé vun deem Owend. Ech wollt dës Geleeënheet dann och mol notzen, fir d’ACEL méi genau virzestellen. Eigentlech misst d’ACEL jidderengem e Begrëff sinn, sief et duerch den ACELs Bal, de guide du futur étudiant/diplomé oder aus de Medien, mä et weess ee jo ni. D’ACEL, 1984 gegrënnt, regroupéiert all d’Cercle vu lëtzebuergesche Studenten. Dat sinn also déi lokal Cerclen (AVL, AELK, LSK, ...) an d’CMCen (ANEIL, ANESEC, ANELD, ALEM, ALEP), also déi, déi eng Studierichtung vertrieden. Ofgesi vum ACELs Bal, deen iwwregens net zum Benefice vun der ACEL mä zu deem vun de partizipéierende Cercle bäidréit, ginn si (de gewielte Comité vun der ACEL) Newsletteren, Communiqués de Presse, Guiden a weider Publikatiounen eraus. Si sinn dann och de gréisste Vertrieder vun eise Rechter an Interêten virun der Politik an de Medien, dat mat 42 Cerclen

ACEL Presi Treffen

an der ganzer Welt an iwwer 10000 lëtzebuerger Studenten hannert sech. Et ass also ëmmer mol derwäert op acel.lu oder hirer Facebook Page laanschtzekucken wat et neits gëtt. Um Presis Treffe gouf et interessant Diskussiounen, wat d’ACEL a mir an Zukunft kënne besser maachen, fir iech all nach besser ze informéieren an ze vertrieden. Ausserdeem goufen iwwert d’Parametere vum ACELs Bal an dem REELs Workshop geschwat. Ech sinn dann och frou beriichten ze kënnen, dass d’ANEIL nach ëmmer formidabel Relatioune mat eise Kollege vun der ACEL huet, an hirem Comité sinn dann och notamment Leit vun eisem Veräin. Mir soen der ACEL Merci fir all hier Hëllef a bidden hinnen, sief et Studieninfo oder Aneres, dann och gär weiderhin eis Hëllef un. Venant

bulli Summer 2013 l 17

bulli 2013_2  

aneil bulli 2013_2

Advertisement