Page 15

Studieninformatiounen 2013

Wéi och schonn an deene leschte Joere war d’ANEIL och dëst Joer nees op enger Rëtsch Studieninfoen (SI). Dëst mat dem Zil de Schüler de Beruff vum Ingenieur méi no ze bréngen, an iwwerhaapt emol ze erkläre wat een Ingenieur ass. Well aktuell vill Leit net vill mam Begrëff vum Ingenieur kënnen ufänken, war et ons wichteg hinne kloer ze maachen, dass den Ingenieursberuff immens villsäiteg ass, an hinnen ee klengen Iwwerbléck ze ginn, a wéi enge Beräicher se agesat ginn. Dono si mer da méi speziell op déi eenzel Beruffer agaangen, souwäit mer da selwer Kenntnisser haten ;) Och si mer dann op Froe bezüglech dem Studium an dem Studenteliewen agaangen, engem Beräich, an dem mer ons natierlech besser auskannt hunn. Dat Ganzt hunn mer unhand vun enger Power Point Presentatioun an awer och duerch perséinlech Gespréicher gemaach, den Oflaf huet also gréisstendeels deem sech an de leschte Joere bewäerte Prinzip entsprach. Heibäi huet sech dann och erausgestallt dass Schüler ganz ënnerschiddlech, deelweis ofhängeg vun den eenzelne Schoulen, informéiert waren.

Insgesamt ware mer dëst Joer op 6 SI’en, nämlech 07. Februar Ecole Privée Fieldgen 23. Februar Lycée du Nord 16. Mäerz Forum Geesseknäppchen 22. Mäerz Lycée Ermesinde Miersch 10. Abrëll Lycée Nic. Biever Diddeleng 27. Abrëll Lycée des Garçons Luxembourg woubäi d‘Veranstaltungen zu Miersch an am Jongelycée Premiere waren. Ganz gäre wiere mer dann och nach op méi SI’en gaangen, leider krute mer awer net méi Invitatiounen. Sou hoffe mer dann och dass mer an Zukunft nach a méi Schoule goe kënnen, fir onse klenge Bäitrag zu Orientatioun an Informatioun vun den Schüler nach ze verbesseren. Merci soe wëll ech dann nach deene Leit déi ons op dëse Veranstaltunge vertrueden hunn, an natierlech der ACEL an der ALI dass se ons op déi verschidden Studieninfoen agelueden hunn. Et bleift dann ze hoffen dass mer deem engen oder anere Schüler bei der Orientatioun hëllefe konnten, enger Saach, déi zu Lëtzebuerg jo nach ëmmer ausbaufäheg ass. Philippe Theisen

Studieninformatiounen 2013

bulli Summer 2013 l 15

bulli 2013_2  

aneil bulli 2013_2