Page 1

bulli

Wanter 2012

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


2 l bulli Hierscht 2012

Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2012 5 Invitatioun op d‘ AG 6 Rees an Polen 7 Gléckwensch26 Foire de l‘ étudiant 27 EYE Conference zu Malta 29 En Bericht aus Japan 34

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Venant Pirrotte Anne Spaus Sophie Hellinghausen Luc Frantzen Daniel Lux Pit Demuth Chefredakter: Pol Dax Layout: Max Schmitz Cover Foto: © Ceratizit S.A. Drock: Imprimerie Centrale De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.


bulli Hierscht 2012 l 3

Virwuert

Virwuert

Léif Memberen, d'Joer 2012 neigt sech dem Enn zou an esou gëtt et dann och Zäit fir dee leschte bulli, d'Editioun Wanter 2012. Säit der leschter Ausgab sinn dann och alt rëm eng Rei Saache geschitt. Mëtt November ware mer mat eisem neie, grousse Stand wéi all Joer op der Foire de l'Etudiant vertrueden, wou mer ënner anerem mat Hëllef vun eiser Broschür, dem Let's Engineer, vill Studente konnten den Ingenieursstudium a -beruff méi no bréngen. Doriwwer ee klenge Mir loossen och eis Rees a Pole vum Oktober Revue passéiere fir dass och jiddereen deen net konnt drun deelhuelen eng Ahnung dovu kritt wat mir alles esou gemaach hunn. De Luc bericht eis dann och nach vu sengem Stage als Bauingenieur a Japan wou hie vill gutt Erfahrunge konnt sammelen. Eis nächst a gläichzäiteg lescht Aktivitéite fir dëst Joer wäerten dann de 27. Dezember stattfannen. An zwar sinn dat moies eng Visite bei Twinerg zu Esch an owes eis Assemblée Générale am Forum Da Vinci op déi ech iech heimatter häerzlech invitéieren. Nieft der Wahl vum neie Comité wäerte mer do och d'Joer 2012 Revue passéiere loossen an

zu gudder lescht dem Leonardo seng Zapanlag mol richteg testen. Besonnesch hiweise wëll ech awer och op Prix de la Fondation Enovos, dee mir matgehollef hunn op d'Been ze stellen an deen a senger éischter Editioun de 17. November schon ee groussen Erfolleg hat. Ech begléckwënschen soumat och déi 6 Lauréaten a si fester Meenung dass dëse Präiss, deen zum Zil huet den Ingenieurstudium zu Lëtzebuerg weider ze valoriséieren an de kommende Joeren weider bestoen an un Zoulaf gewanne wäert. Ganz zum Schluss soen ech nach eemol jidderengem deen am vergaangene Joer an der ANEIL matgeschafft huet ee grousse Merci a wënschen alle Memberen, Sponseren a Frënn vun der ANEIL schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch! Max


COMPETENCES + CRE ATIVIT Y = INNOVATION • Global leader in Ironmaking Technologies – Construction of complete blast furnaces, coke ovens and recycling plants – Advanced environmental protection technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com

Paul Wurth S.A. – Human Resources 32, rue d’Alsace • L-1122 LUXEMBOURG • Tel.: (+352) 4970–2251 Visit our website www.paulwurth.com


bulli Hierscht 2012 l 5

Comité 2012

Comité 2012 Max Schmitz

Luc Frantzen

Zürich Maschinenbau

Oochen Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 59 55 281

+352 691 567 019 +49 176 22 99 72 90

max.schmitz@aneil.lu

luc.frantzen@aneil.lu

Sophie Hellinghausen

Samir Maudarbocus

Oochen Bauingenieur

Braunschweig Luft- und Raumfahrttechnik

+352 621 389 027 +49 178 88 53 448

+352 691 720 337 +49 176 80 29 23 27

sophie.hellinghausen@aneil.lu

samir.maudarbocus@aneil.lu

Yves Roth

Venant Pirrotte

Karlsruhe Maschinenbau

Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL

+352 691 915 070 +49 151 29 11 08 94

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

yves.roth@aneil.lu

venant.pirrotte@aneil.lu

Pol Dax

Jules Petit

Oochen Maschinnebau

Zürich Maschinnebau

+352 661 672 650 +49 162 14 95 563

+352 661 474 328 +41 76 54 03 833

pol.dax@aneil.lu

jules.petit@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Studieninfo

Responsable Publications

Yves Duhr Webmaster Oochen Informatik +352 621 483 134 +49 178 89 29 370 yves.duhr@aneil.lu

Vice-Président

Trésorier

Responsable Visites a Rees

Responsable Partenaires


Assemblée Générale 2012 Donneschdes de 27. Dezember am Forum Da Vinci Heimatter invitéiert d’ANEIL all hir Memberen häerzlech op hir Assemblée Genérale, déi Donneschdes, de 27. Dezember 2012 um 20 Auer am Forum Da Vinci 6, bd Gr.-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg stattfënnt. Hei wäerte mir ee Réckbléck op dat eräignisräicht Joer 2012 werfen awer och den neie Comité fir d’Joer 2013 wielen. Interesséierter fir an de Comité si gebieden hir Kandidatur bis de 24. Dezember per Mail u contact@aneil.lu ze schécken. Am Uschloss teste mer op en neits dem Leonardo Da Vinci säi Comptoir bei deem engen oder anere Patt, deen d’ANEIL zum beschte gëtt. Mir freeën eis drop iech op der AG 2012 ze gesinn.


bulli Hierscht 2012 l 7

Rees an Polen

Warschau „Dear passengers, here is your captain speaking! Could one of the polish speaking passengers explain to the man in row 16 that this is a strictly nonsmoking flight and that police officers will wait for him at the arrival in Warsaw.” Eng weider Strof vu mindestens 50.000€ gouf dem fëmmenden Här aus Rei 16 ugedrot wann en nach eemol giff probéieren ze fëmmen a mir dowéinst ongeplangt zwëschelande missten. Direkt no der Landung ass tatsächlech d‘Police, engem GSG9-Kommado gläich gekleet, den Här direkt u Bord siche komm. Ouni polnesche Buedem betrueden ze hunn, hate mer do schonn déi zweet Aventure fir des Rees hannert eis. Um Wee fir op de Fluchhafen, mir ware mol nach net zu Steebrécken, huet dem Venant säin Auto nämlech gemengt e misst lo geschwënn de Geescht opginn. Mat der geballter technescher Fachkompetenz vun der ANEIL hat den Auto awer guer keng Chance fir futti ze goen. No kuerzer Berodung an engem einfachen Neistart op der Pannespuer war alles gefléckt an d’Rees ass weider gaangen. Déi nächst Iwwerraschung gouf et beim erausklammen aus dem Fliger. Mir ware nämlech net wéi ee bei Ryanair kéint erwaarden op engem ale sovietesche Stëtzpunkt gelant, mä op engem fonkelnei aus dem Buedem gestampfte Fluchhafen. Och de Bus den eis an den Zentrum vu Warschau bruecht huet, war wahrscheinlech nach am Rodage. Iwwerhaapt erënnert een zu Warschau net méi vill un den Zesummebroch vun dem kommunistesche

Régime. Mee et sënn d‘Reklamme vun de grousse westlechen a japanesche Multinationalen déi engem an d‘Ae sprangen. Mol net am Garer Quartier ass et fir ze fäerten. Eis éischt Statioun no der Arrivée op der Gare war d'Jugendherberg, déi zentral genuch loung sou datt mer zu Fouss dohi konnte goen. Wéinst der excellenter alimentairer Verfleegung während engem Ryanair Flug, huet den Honger an den Duuscht sech net méi ignoréiere gelooss. Den éischte Restaurant de mer fonnt hunn, huet eis dowéinst och direkt gefall. De Max, den zu Zürech wéi et schéngt näischt ze räissen an ze bäisse kritt, koum aus dem staunen net méi raus, wéi hie fir ëm déi 30 Złoty (+- 7,5€) ee ganzen Teller voll Fleesch an e Pitcher Béier krut an dobäi och nach Championsleague konnt kucken. Mat gestäiptem Mo war et dunn endlech un der Zäit fir d‘Nuetsliewen ze testen. Nodeems mer gemengt hunn ee schlaue Pol wéilt eis op der Strooss d Sue fir d’Entrée an eng Jazzbar ofknäppen, huet sech erausgestallt datt hien tatsächlech den Türsteher war an den Entréesstempel seng Suen absolut derwäert war. Mir sinn do an eng Art „open mic session“ geroden, wou jidderee mat sengem Instrument oder senger Stëmm konnt op d'Bühn goen, fir mat ze musizéieren. Wéi sech raus gestallt huet, sënn d‘Matbierger aus dem Land vum Chopin alleguer extrem musekaffin, an eis huet et sou gutt do gefall, datt mer de ganzen Owend do bliwwe sinn. Den Dag drop huet de Lëtzebuerger Botschafter


Une façon unique de s’investir.

L’enthousiasme de ceux qui ont les moyens d’agir

L’enthousiasme

Vivez vous aussi cette expérience à la Banque de Luxembourg : bénéficier d’un accompagnement individuel favorisant le développement de vos compétences, vous permettant ainsi d’agir tout autant en faveur de votre banque, de vos clients que de votre carrière… Découvrez une façon unique de vivre votre métier, en donnant le meilleur de vous-même : Anne Levy (49 924-7890) et Anne Reuter (49 924-7893) sont à l’écoute de vos projets et de vos aspirations. recrut@bdl.lu

www.banquedeluxembourg.com


bulli Hierscht 2012 l 9

eis empfaangen. Um Wee fir dohin hu mer misse feststellen, datt ee Wee den zwar ganz op ee Smartphone-Bildschierm passt a Wierklechkeet awer méi laang ka sinn. Mat 15 Minutte Retard si mer schlussendlech awer an der Botschaft ukomm. Leider huet d‘Assistentin vum Här Bruch nach misse schaffen a stoung eis, och wa se wollt, net als Guide duerch Warschau zur Verfügung. Alleng hu mir eis also duerch d'Diplomatevéirel gekämpft, bis mer an de schéine Warschauer Park komm sinn. Do hunn eis Pressefotografen ofwiesselnd an onofhängeg vuneneen eng Statu mat enger Möw um Kapp geknipst. No engem stäerkende Kaffi oder Jus war et un der Zäit d’schaffend Vollek op eiser Rees ze begréissen. Virun dem ganz nobele Restaurant „Polska Różana“ huet de Pit mat senger grousser Valise schonn op eis gewaart. Nom Iessen huet eis kleng Grupp sech an zwou nach méi kleng Gruppen opgedeelt. Déi eng sënn zréck an d' Jugendherberg gefuer, fir hiert Gepäck dohin ze droen, Zuchticketen fir den Dag drop ze kafen oder einfach nëmme fir ee waarme Pullover undoen ze goen. Mir aner sënn direkt an d‘Warschauer Alstad gefuer an hunn eis déi Saach ugekuckt. Bis eis sou kal war an eis eng waarm, ureg Bäckerei als Unterschlupf gedéngt huet. Hei gouf et souvill verschidde lecker Saachen ze kafen, datt mer mindestens zwou Stonnen do verbruecht hu fir bal alles eemol ze testen. Wéi eis Grupp rëm komplett war, hu mer eis op de Wee gemaach fir den nächste Programmpunkt ze begoen. De Comité hat eis nämlech een Dësch

an der Cocktailbar vum Marriotthotel reservéiert. De Clou un dëser Bar ass, datt se um 40. Stack vum Hotel läit an domat déi héchsten Hotelbar an Europa ass. Do uewen hate mer natierlech ee fantasteschen Ausbléck iwwert déi polnesch Haaptstad. Nom Cocktail a schwindeleregender Héicht se mer du ganz ierdeg an de Keller vum Hard Rock Café ee Burger knuppe gaangen. Well et den Dag drop Fréibire gi sinn, sollte mer Owes bësse méi lues maachen. Dofir se mer zréck an de Quartier vun eiser Jugendherberg gaange fir do nach ee klengen ze drénken. Den Dag virdrun hate mer eng Disco entdeckt déi direkt ënnert eisem Hostel loung. Wéi mer do ra komm sënn war d’Erasmus-Party scho voll amgaangen. D‘Danzpist war komplett iwwerfëllt sou datt mer eis mat enger Sëtzplaz am Eck hu misse begnügen. Mir hunn awer bis zum Schluss duergehalen a si réischt gaange wéi scho bal kee méi do war. D’Nuecht war deementspriechend kuerz. Am Zuch fir op Krakau konnte mer de verpasste Schlof awer nohuelen. auteur: Heng Thillen Ambassade zu Warschau Eis éischt Etapp zu Warschau war d'lëtzebuergesch Ambassade, déi just e puer honnert Meter ewech vum Hyatt Regency an dem wonnerschéinen Ujazdów Park läit. Well mir awer net am Hyatt Regency iwwernuecht hunn, mä an enger Jugendherberg an der Géigend vum Kulturpalast, hate mir eng gutt hallef Stonn Foussmarsch virun eis, déi mer awer gutt iwwerstan hunn. Gutt gelëft


CFL cargo se développe et souhaite intensifier ses activités transeuropéennes dans le fret ferroviaire. Vous êtes un futur ingénieur, intéressé par un secteur complexe et dynamique, en permanente évolution ? Venez renforcer nos équipes et mettez votre avenir sur les rails du futur ! Nous offrons de nombreuses perspectives d’évolution ainsi qu’une participation active sur les différents projets de développement de nos trafics. Intéressés ? Contactez jobs@cflcargo.lu. Plus d’informations sur www.cflcargo.eu.


bulli Hierscht 2012 l 11

a waakreg si mer dunn och scho beim schéinen, imposante Botschaftsgebai ukomm, wou mer och schonn vun enger Mataarbechterin aus der Ambassade erwaart goufen an, no enger klenger Startschwieregkeet, och ragelooss gi sinn. Dobannen ass et dunn genau imposant weidergaangen. Vun der Entreeshal iwwert Trapenhaus, duerch e puer Gäng a bis bei d'Zëmmer mam grousse Kamäin konnt een hei gutt gesinn, wéi schéin dat Gebai renovéiert gouf. Ier mer dunn awer konnten de Kamäin ufänken oder aner Saachen futti an/oder knaschteg maache konnten, ass dunn och schonn den Ambassadeur, den Här Bruch, komm fir eis ze empfänken. Fir eist Gespréich hu mer eis an engem vun de Konferenzräim vun der Ambassade zeréckgezunn, wou och scho Kichelcher a Kaffi op eis gewaart hunn, dat ganzt natierlech op dem offizielle Service mam lëtzebuerger Wopen drop. Keng Angscht, et gouf näischt geklaut, am grousse ganzen hu mer eis net donieft beholl (de Gros vun eis hate sech op der REEL genuch de Batti gestallt fir de Recht vum Joer). Den Här Bruch war ganz erstaunt, e Koup Ingenieuren an der Stuff setzen ze hunn, huet hien dach soss éischter Politik oder International Relations Studente bei sech op Besuch. Hie war doriwwer awer ganz erfreet wei sech am spéidere Gespréich erausgestallt huet, well en sech an de läschte Joren aus perséinlechem Interessi am technesche Beräich weiderbilt, wat sécherlech och eng wëllkommen Ofwiesslung zu den übleche politeschen an diplomateschen Aufgaben ass.

Meng Iddi, wei ech d'Rees organiséiert hunn, war, dass den Ambassadeur jo eigentlech genau de richtege wier, fir eis ze erklären, wat Polen ass, wat do am Moment leeft a wat Polen mat Lëtzebuerg ze dinn huet. Dass ech domat net ganz falsch louch, huet eis interessant Diskussioun vu wäit iwwert enger Stonn däitlech bewisen. Ugefaangen huet den Här Bruch mat engem Mix aus polnescher a lëtzebuergescher Geschicht am Sënn vun der Aussepolitik an Diplomatie. Sou si mer zB erstaunt gewuer ginn, dass Lëtzebuerg am 19. Jorhonnert vu Russland representéiert gouf, well mer nach keng eegen aussepolitesch Strukturen haten. Polen war zu deem Moment nach gedeelt an deelweis vu Russland besat, dat bis nom 1. Weltkrich. Den éischte "Kontakt" tëscht Lëtzebuerg a Polen ass tëscht eise Politiker am Exil zu London während dem 2. Weltkrich zustane komm, huet awer net laang ugehalen wéinst dem allgemenge Mësstrauen tëscht der westlecher a sowjetescher Welt während dem kale Krich. Während där Zäit huet Lëtzebuerg awer eng wichteg Roll fir d'Polen gespillt, huet den Ambassadeur eis erzielt, huet dach net d'polnesch Jugend Radio Lëtzebuerg gelauschtert. Den Eldoradio gouf et deemools nach net, sou dass de Radio Lëtzebuerg bei eis d'Nummer 1 Quell war fir aktuell, also rockeg a poppeg Musek war. Am Géigesaz zu amerikanesche Senderen oder zB dem BBC huet eise Sender sech awer net ëm Politik oder Propaganda gekëmmert, sou dass d'Sowjets och kee Grond gesinn hunn,


Votre futur au sein d’un groupe d’avenir. Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes. Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

Energy in motion

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services. Envie de nous rejoindre?

creos.net


Rees an Polen

de Radio Lëtzebuerg ze scramblen. Domadder war eise Radio a Polen den Hit an huet alt e bëssen zum Gefill vun enger fräier Welt gefouert. Ob d'Sowjetunioun gefall ass, well d'Polen endlech mol eng Kéier wollte selwer an de Cactus op Bäreldeng goen an dee Yuppi aus dem Radio kenneléiere wollten, ass bis lo nëmmen eng Theorie vu mir. Op alle Fall kenne sech nach vill Polen un déi Zäit erënneren, sou dass eng Ausstellung iwwert de Radio Lëtzebuerg an der Ambassade zu Warschau e puer Wochen virun eisem Besuch och e grousse Succès hat. Nodeems de kommunistesche Block gefall war huet Lëtzebuerg sech schnell ëm Bezéiunge mat de befreite Staate gekëmmert, sou och mat Polen. Ambassadeuren waren awer nach net direkt present, déi meescht waren anscheinend doheem am Ausseministere oder zu Bréissel stationéiert a si gependelt. Den éischten Ambassadeur zu Warschau huet nach am Hyatt Regency residéiert a vun do aus eis Interessen vertrueden, währenddeems huet Lëtzebuerg sech awer schonn no enger flotter Bud ëmgekuckt. Déi gouf dann och fonnt an, no enger anstänneger Renovatioun, viru 7 Joer bezunn, souwuel den administrativen a representativen Deel, wei och de private Wunnraum vum Ambassadeur a senger Famill. D'Gebai selwer kéint kee besseren Zeien sinn iwwert déi laang a schwéier Geschicht vun Europa: Gebaut an den 20-30er Joren vun engem jiddeschen Architekt, deen sech awer nach Mëtt

bulli Hierscht 2012 l 13

30er an Argentinien rette konnt, huet hei eng Fra vun der Wedel Famill, engem berühmte polnesche Schokla Hiersteller, an hier Famill gewunnt. Déi couragéiert Leit sinn beim Amarsch vun de Preisen an de Widderstand gaangen an hunn hiert Liewen am Warschauer Opstand verluer. D'Gebai gouf scho virdrun, am Joer 1939, vun de Nazien beschlagnahmt an huet de Krich zimlech gutt iwwerstanen, wat verwonnerlech ass, wann ee bedenkt wat d'Preisen mam Recht vu Warschau gemaach hunn. Während der Sovietära huet dat Gebai als Ambassade vu Bulgarien an Albanien gedéngt a war dono an engem desolaten Zoustand. Lëtzebuerg huet du schlussendlech an de 90er Joren d'Gebai vun de rechtméissegen Ierwen vun de virkrichs Besëtzer ofkaf a mat der Sanéierung ugefaangen. Lëtzebuerg spillt och haut nach eng wichteg Roll fir Polen, Polen ass zB de 9. wichtegste Wirtschaftspartner vu Lëtzebuerg a Lëtzebuerg ass, notamment wéinst senger effektiver Fondslandschaft, ee vun den Topinvestoren a Polen. Et huet sech ganz vill gedoen a Polen, an dat net réischt säit de Fussball do war. Op eiser ganzer Rees si mer ëmmer rëm iwwerrascht ginn iwwert déi gutt Infrastruktur an déi vill Moderniséierungen. Et mierkt ee wierklech, dass hei Geld eragestach gëtt, an dass d'Leit wëllen eppes aus hirem Land maachen. Sou ass et och net verwonnerlech, huet den Ambassadeur eis erzielt, dass Polen extrem motivéiert ass fir d'EU-Presidentschaft, déi si


Did you know? ArcelorMittal is supplying steel beams for most of the skyscrapers in the world, including Jumbo beams in high strength Grade 65 steel. We are the only company in the world capable of providing these beams.

This is us www.arcelormittal.com


bulli Hierscht 2012 l 15

Rees an Polen

d'nächst Joer mat Italien a Lettland zesummen hunn. Praktesch ass dat och fir eisen Ambassadeur, deen ass nämlech gläichzäiteg och nach Ambassadeur a Lettland a Litauen. Nodeems mer dëse flotten Exkurs iwwert déi schwéier, awer och déi hoffnungsvoll Zäiten vum europäesche Geescht gehale kruten, huet den Här Ambassadeur eis och nach e bëssen ausgefrot; hie war besonnesch un eiser Associatioun an un eise Studiegäng interesséiert. Interessant och nach ze erwähnen ass, dass eis Unilu anscheinend Projeten mat Universitéiten zu Warschau ufänkt oder schonn amgaang huet. Lëtzebuergesch Studenten a Polen ginn et der awer anscheinend net vill, dat wéinst der Sproochebarrière. En anere Grond gesinn ech net, well zu Warschau oder Krakau ze wunnen wier sécherlech kee Nodeel a géif 100%eg vill Spaass maachen. Nodeems mer dunn eis Kichelcher fäerdeg gemampft haten an ech de Kaffisbuffet genuch versaut hat, hu mer dunn nach eng kleng Foto gemaach. D'Zäit war dunn och scho riwwer, a mir hunn eis op de Wee a Richtung Park gemaach, an deem anscheinend och den Ambassadeur gär mat senger Fra a senge Kanner higeet. Um Wee fir raus hunn et sech verschiddener natierlech net entgoe gelooss, déi jonk Mataarbechterin aus der Ambassade "unzebaggeren" fir mat en Tour duerch Warschau ze maachen, leider ouni Succès, et ginn eben och Leit déi musse schaffen. Alles in allem, e gelongene Start an eng gelongen Vakanz! auteur: Venant Pirrotte

Auschwitz Nodeems mer Freides Mëttes zu Krakau ukomm sinn an ons Valisen am Hostel verstaut hunn, hu mer ons op de Wee gemaach Richtung Gare vir no engem Zuch op Auschwitz-Birkenau ze kucken. Wéi den Zoufall et wollt, si mer direkt an der Entrée vun der Gare vun engem Mann ugeschwat ginn, deen ons zu engem Spott-Präis a sengem Mini-Bus mat op Auschwitz kéint huelen. Mir hunn net laang gezéckt an hunn ons op Auschwitz kutschéiere gelooss. No enger gudder Stonn si mer an der Staat Oświęcim ukomm, déi vun den Däitschen am 2. Weltkrich Auschwitz ëmgedeeft gouf an zum Symbol vum Holocaust gouf. Déi éischt Statioun vun eiser Visite huet beim Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau ugefaangen. Dobäi handelt et sech ëm dat Gréissten däitscht Vernichtungslager während der Zäit vum Nationalsozialismus. Et huet een scho vun wäitem dat markant Agangsgebai erkannt, wou deemools Zich vollgepaakt mat Mënschen duerchgefuer sinn. Et huet een dat Gebai schonns oft op Fotoen oder a Filmer gesinn, mä selwer do virdrun ze stoen an d’Schinnen ze gesinn déi bis bei d’Gaskummere gefouert hunn, huet ee matgeholl a schockéiert. D’Wieder huet bei di bedréckent Stëmmung gepasst: et wor kal, fiicht a gro. Mir si laanscht zum Deel original oder nogebaute Baracken bis bei di offiziell Gedenkstätte vum Holocaust gaangen. Riets an lénks dovunner stounge fréier 2 Gaskummeren, wou ongeféier 1 Millioun Leit (meeschtens direkt no hirer Arrivée


Nous vous habitons

Centre Opérationnel Soludec - Parc d’Activité Gadderscheier - L- 4570 Differdange Tél: 26 599-1 - Fax: 26 599-599 - E-mail: info@soludec.lu - Web: www.soludec.com Soludec S.A. - Soludec Development - Soludec France


bulli Hierscht 2012 l 17

mam Zuch) an den Dusche vergaast a verbrannt gi sinn. Haut sinn dovunner just nach Ruinen iwwreg. Nodeems gewosst wor, dass de Krich verluer wor, hunn d’Nazien probéiert alles ze vertuschen an hunn ënner anerem d’Gaskummeren gesprengt. Op eisem Réckwee si mer an eng Barack era gaangen. Onvirstellbar dass an deene klengen Holzhütten deemools bal 500 Leit hu missen zesummengekauert liewen a schlofen. No enger Stonn si mer bei onsere Chauffer zeréckgaangen dee brav op ons um Parking gewaart huet. Mir sinn dunn 3 km weidergefuer bei d’Stammlager Auschwitz I. Wëll mer méi wollte gewuer ginn an e puer Hannergrondgeschichten verzielt wollte kréien, hu mer ons e Guide geholl, dee mat ons duerch d’Ausstellung gaang ass. Auschwitz I ass kee Vernichtungslager, mä e Konzentratiouns- an Arbeschtslager gewiescht. Eran kënnt een duerch d’Paart mam Motto „Arbeit macht frei“. Den Guide huet ons an di eenzel Gebaier gefouert an huet ons vun de Grujelgeschichten vun de Nazien verzielt. Ganz schlëmm wor et, wou mer virun de Vitrinen stoungen, déi gefëllt woren mat Dausenden vun alen Schung, Brëller, Kofferen an souguer Hoer vun den Inhaftéierten. Deemools koumen hei zegdausend Leit ëm d’Liewen, well se ënnerernährt woren, schlëmm Krankheeten opgeraf hunn, schwéier hu missen schaffen, mësshandelt gi sinn oder Experimenter un hinnen duerchgefouert goufen. Mir kruten gezielt, dass inhaftéiert Fraen ongeféier en halleft Joer am Lager iwwerlieft hunn an Männer ongeféier e Joer.

Zum Schluss sinn mer den Krematorium kucken gaangen, wou d’Verbrennungsiewen stoungen. Obwuel een schonns vill vun deier Zäit héieren an gesinn huet, ass engem trotzdem kuerz d’Loft ewechbliwwen an et konnt ee just nach de Kapp rëselen. No interessanten 2 Stonnen wor ons Visite duerch d’Stammlager dann och schonn riwwer. Bëssen depriméiert en bedréckt sinn mer bei onsere Chauffer zeréckgaangen. Op der Réckrees op Krakau huet een all di schlëmm Andréck Revuepasséieren gelooss an et hofft een, dass esou eppes Mënschenonwierdeges ni méi wäert zustan kommen. auteur: Sophie Hellinghausen Krakau Zu Krakau si mir no enger Zuchfahrt vun ongeféier 2 Stonnen ukomm. Mir sinn dunn duerch ongeplangten Ëmstänn mat engem Taxi op Auschwitz gefuer wou mir eng ganz interessant, awer bedréckent Visite haten. Owes, nodeems mer an engem typesch polnesche Restaurant waren a gutt defteg giess hunn, si mir an eng Bar gaangen, wou eng kleng Band live gesongen huet. Wou déi dunn opgehalen hunn sinn mer weider an eng Jazzbar an e Keller gaangen, wou eng weider Band en Liveoptrëtt hat. Wou déi och bis fäerdeg waren, hu mir beschloss mol nach an der Staat sou ze kucken, wou eppes lass wier. Zwee vun eis, de Venant an d'Anke, hunn sech dunn schonns vun eis verabschid (Redaktioun: et huet jo ee misse fit


GOBLET LAVANDIER & ASSOCIES INGENIEURS-CONSEILS S.A. GENIE TECHNIQUE 17, rue J.P. Sauvage B.P. 2125 Tél.: 43 66 76 – 1 gl@golav.lu

L-2514 Luxembourg-Kirchberg L-1021 Luxembourg Fax.: 43 62 64 www.golav.lu André Lavandier Roby Eischen Jacques Weyland Irène Curreli Heike Faß Markus Lichtmeß Tom Schaeffer Matthias Spoo Fränk Thill Leszek Witkowski

Historique : Goblet Lavandier & Associés Ingénieurs-Conseils S.A. a été fondée en 1948 en tant qu'entreprise familiale. Aujourd'hui la société compte une centaine de collaborateurs et collaboratrices, représentant une dizaine de nationalités. Domaine d’activités :

Philosophie :

Les services de Goblet Lavandier & Associés comprennent toutes les prestations classiques d'ingénieurconseil en génie technique (études avec suivis de chantier), complétées par un éventail de prestations spécifiques, résultant ainsi en une gamme complète de services permettant d'entamer tout projet de construction ou de transformation.

Les concepts développés par Goblet Lavandier & Associés ont l’ambition de placer le maître d’ouvrage et l’utilisateur au centre de l’intérêt, en adoptant une approche cycle de vie, essayant de trouver le bon équilibre entre coûts d’investissement et d’exploitation, entre économie et écologie, et assurant ainsi la pérennité de l’ouvrage.

           

Energie Simulations Environnement Thermique Electricité Sanitaire et gaz Cuisines Régulation et commandes: Communication Sécurité Conduite et maintenance Divers: (Dossiers d’autorisation/ Audits de mise en conformité/ Technical Due Diligence)

adm. délégué adm. délégué administrateur administrateur associée associé associé associé associé associé

Jobs : Nous avons acquis des bases essentielles qui reposent sur une bonne ambiance de travail, un environnement motivant, l'encouragement de l'esprit d'équipe et des relations respectueuses et loyales. Nous sommes toujours à la recherche de personnes exceptionnelles. Une candidature spontanée a permis à maintes personnes de trouver un emploi dans notre entreprise. Et une tête pleine d'idées nouvelles est toujours la bienvenue.


bulli Hierscht 2012 l 19

sinn fir den Dag drop) a mir si nach zu 6 weider gaangen. Wou mer dunn op enger grousser Plaatz stoungen, koum eng kleng Joffer (max. 1,5 m grouss… ;) ) di eis gefrot huet op mer Loscht hätten sou richteg ze feieren an op gutt Musik. Wou mir eis zögernd ugekuckt hunn, huet si eis bongen verdeelt (di eng kruten 1, anerer 3…) woumat een 50% op Shots kritt. Spéitstens do konnten mir net méi nee soen a mir sinn mat hier gaangen. Si huet eis an enger Rees vun gefillten 10 Minutten queesch duerch d’Staat bis an eng Disco gefouert, déi an engem déiwen Keller an enger donkeler Strooss war, wou soss näischt lass war... Skeptesch sinn mir hier nogaangen an no villen Trapen ware mer dunn endlech do. Tatsächlech war do eng déck lass. Noeneen hu mir eis Bongen schéi brav ageléist an een Plateau nom aneren där Schlümpfe (sou huet de Shot geheescht) eidel gemaach. Direkt nieft dem Comptoir wou mer stoungen hunn och schonns 3 Mädels, knapp bekleet, op engem Dësch gedanzt...(Red.: Verdammt...). D’Stëmmung war immens an d’Musik absolut Top! Do hu mir dann nach gutt gefeiert a wat den Alkoholspegel méi geklommen ass, wat mir och méi gedanzt hunn... Iergendwann koum dem Max déi „super“ Idee, fir säin T-Shirt aus ze doen, fir domadder ronderëm ze schwéngen (Red.: Sou kenne mer eise Marc). Mä do hat en awer net mat der Security gerechent, well knapp hat en en aus, koum schonn een vun hinnen gerannt, e soll sech direkt nees undoen oder en misst goen. Iergendwann zu spéider Stonn (villäicht well de Max beleidegt war… ;) ) sinn mer

dunn di viiiill Trapen nees erop an hunn eis op d'Sich gemeet vir an den nächsten Club. De Max hat ës zu deem Zäitpunkt awer genuch an ass schonn heem gaangen… Do waren mer just nach zu 5, den haarden Kär souzesoen… ;) Mir sinn also weider gaangen an ween hätt et geduecht, mer sinn nees an engem déiwen keller an enger moderner Disco gelant. Iergendwann sinn mer moies frei nees iergendwéi heem komm wou mer awer e grousse Problem haten. Eisen Schlëssel huet net an d'Schlass vun der Hausdier gepasst… No enger laanger Fehlersich op Ingenieursart, sinn mer zum Entschloss komm, dass et wuel dat falscht Schlass war wou mer dauernd probéiert hunn. Effektiv war dat dunn och d’Ursaach vum Problem… (Ech well awer nacheemol präziséieren dass mer net 2 Schlässer gesinn hunn well mer voll waren, mä et waren wierklech 2 Schlässer do… ;) ) Kuerz nodeems mer schlofen waren hunn mer och nees missten opstoen vir mat héijem Reschtpegel an de Musée ze goen. Mëttes hunn mir en Tour mat zwee Touristen-Golfcar’en ( mat Heizung!) duerch d’Staat gemaach. Dëst war ganz interessant well een esou déi wichtegst Gebaier vun Krakau genauestens erklärt krut, ouni mussen vill ze trëppelen. Et war schliisslech äiskal an et huet gereent. Meng Grupp wou ech mat gefuer sinn hat leider keen ganz kompetenten Chauffeur mä dofir haten mir awer vill ze laachen… Owes ware mir dann wéi ëmmer an en Restaurant iessen (direkt ënnert dem Bunga Bunga Club wou de Venant sech bal dran verlaf hat… ;) ). Do hun mir eis als getränk


Passionnés par la recherche ? Découvrez un monde d’opportunités sur le Portail luxembourgeois de l’innovation et de la recherche. Ce portail est la source d’informations de référence en matière d’innovation et de R&D au Luxembourg. Un outil indispensable pour connaître les acteurs de la recherche au Luxembourg, découvrir leurs compétences, vous informer sur les perspectives d’avenir, et suivre toute l’actualité du secteur.

www.innovation.public.lu L’innovation et la recherche commencent ici.

Avec le soutien de :

Union européenne Fonds européen de développement régional

Investit dans votre avenir


bulli Hierscht 2012 l 21

waarme Béier mat Äppel bestallt. Dësen huet sech allerdings als kaum drénkbar erwisen… Den leschten Dag loung moies Schnéi wou mir en Hangover Brunch an engem klenge Kaffe iesse waren. Mëttes sinn mer dunn nach de Festungstuerm op der Haptplaz erop geklommen. Dat war schonns bal Héichleeschtungssport well all Träpplek mindestens 40 cm héich war an et wierklech ustrengend war do erop ze kommen. No dem Openthalt uewen um Plateau mat schéiner Aussiicht, huet een dunn awer och nees missten erofkommen. Dat war net sou einfach ouni ze falen… No der Visite vum Wawel sinn mer dunn nach jiddereen vir sech shoppen gaangen an duerno sinn mer mat eisem frëndlechen Taxi’s Kolleg op de Fluchhafen gefuer. Allgemeng war et, wéi de Max giff soen, eng „Super“ Rees… auteur: Daniel Lux Musée zu Krakau Samschdes moies si mir de Musée Rynek Glowny Underground kucke gaang, wou mer guer net weit hu missen trëppelen, well en direkt ënnert der Maartplaz war, an eis Jugendherberg och extrem Zentral loung. De Musée ass 2010 nei opgaang, an anscheinend de gréissten ënnerierdesche Musée a Polen. Hei krute mir ee klengen Abléck a 5000 Joer Geschicht vu Krakau. Den Agang war an der frësch restauréierter „Sukiennice“ (polnesch fir Tuchhalle), wou ee lauter kleng Butteker mat polnesche Produite fënnt. Am

Kär vun deem neie Musée waren d'archeologesch Artefakten, déi se während den Ausgruewunge vun 2005 bis 2010 fonnt hunn. Insgesamt handelt et sech heibäi ëm 11 Dausend verschidden Objeten. Offiziell ass d'Stad Krakau am Joer 1257 nom „Magdeburger Stadtrecht“ ugeluecht ginn. Allerdéngs gëtt een am Musée gewuer, dass schonn do virdrun ee symmetrescht System vun unenee gereihten Holzhütten muss bestan hunn, wat sech op der ëstlecher Säit vun der Maartplaz befonnt huet. An dëser Siidlung huet een haaptsächlech vum Handwierk gelieft. 1241 gouf d'Siidlung duerch den Mongolestroum zerstéiert, a spéider net méi opgebaut. Während eisem ganze Besuch gouf engem di ganz Geschicht a Multimediaform (Touchscreen, Hologrammer, Leinwand, audiovisuell Effekter) méi no bruecht. Sou konnt een zum Beispill selwer op engem Ecran kleng archeologesch Ausgruewunge maachen. Ausserdeem goufen et e puer kleng „Kinossäll“, wou a Filmer d'Liewen an der slawescher Siidlung rekonstruéiert gouf, oder engem weider geschichtlech Fakten erzielt goufen. Et ass och nach erwähnenswert, dass de ganze Musée sech op enger Ebene befënnt, déi nach am 10. Jorhonnert di eigentlech Maartplaz war. Doduerch, dass een am Mëttelalter den Dreck einfach op d'Stroosse geschmass huet, ass den urspréngleche reeze-de-chaussée zum Kellergeschoss ginn. Dobäi kennt, dass Krakau e puer mol zerstéiert gouf, an een d'Stad dann op den Iwwerreschter vun der aler Bebauung


Construisons ensemble votre futur !

@

€ Avec plus de 3600 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, le Groupe P&T est le 5e employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, P&T est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 25 nationalités différentes. Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !

P&TLuxembourg, Partout. Avec vous. une entreprise innovante. E n t r e p r i s e d e s P o s t e s e t Té l é c o m m u n i c a t i o n s - L - 2 0 2 0 L u x e m b o u r g - w w w . p t . l u - j o b s @ e p t . l u

1


bulli Hierscht 2012 l 23

rëm opgebaut huet, wat dann och rëm zu enger Erhéijung gefeiert huet. Insgesamt hu mer e puer Stonnen an dem ënnerierdesche Musée verbruecht, an hätt d'Personal aus dem Musée net nëmme Polnesch geschwat, hätt een och vläit verstan, wat se eis do nach extraes wollte weisen an erzielen. auteur: Anne Spaus D’Wawel Nodeems mir Sonndes moies erwescht sinn a gemierkt hunn, dass Kraukau ënnert engem wäissen Teppech läit, hu mir ons nom gudde Brunch a Richtung Wawel gemaach, dem fréiere Kinnekssëtz vu Polen an mat der Wawelkathedral, dem heitege Beschofssëtz vu Krakau. D’Wawel ass eng Buerganlach um Hiwwel vu Krakau laancht d'Weichsel a gehéiert mat der Alstad vu Krakau zum UNESCO-Weltkulturierwen. D’Anlag vu Gebaier gouf während deene läschten 1000 Joer erbaut a weist Merkmaler vu de verschiddenen Konschtepochen. Ech erspueren iech lo en Virtrag iwwert déi verschidden Deeler. Enger So no huet ënnert dem Schlass en Draach gelieft, deen op d'Gebailechkeeten opgepasst huet, bis de Ritter Krak komm ass an en duerch eng List iwwerwonnen huet an duerno Krakau säi Numm ginn huet. Haut nach ass des Höhl mam Draach se besichen a mir hunn ons et net huele gelooss op d’Sich no de Spuere vum Draach ze goen. Leider ass en net méi do. Während de läschte Jorhonnerte war et de Setz

vun alleguer de polnesche Kinneken an de Besatzer während deene verschiddene Kricher. Haut ass de Wawel haaptsächlech e grousse Musée, deen déi grouss Kinneksschätz weist. Ënnert der Kathedral leien an deene verschiddene Grotten Kinneken a polnesch Perséinlechkeete begruewen. Déi läscht Persoune, déi bäigesat goufe waren de fréiere Präsident Lech Kaczynski mat senger Fra. An hei nach eng kleng Anekdot vun der Rees: souguer an de Raimlechkeete vun de weltleche Bedürfnisser fillt een sech wei ee Kinnek. De Max hat et sech net huele gelooss sech op den "Troun" ze setzen. Seng “Ënnertan” hu laang dobaussen an der Keelt op hie misse waarden. Vive de Presi soen ech do nëmmen. auteur: Pit Demuth


D’ANEIL wënscht all hire Memberen, Sponseren a Frënn schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Mir freeën eis drop, iech 2013 erëm ze gesinn!


bulli Hierscht 2012 l 27

Foire de l‘étudiant

Wei all Joer war d’ANEIL och des Kéier rëm staark op der Studenten Foirë vertrueden vir d’ Schüler aus deenen verschiddenen Lycéeën aus dem Land beschtméiglech iwwert den Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Eisen Stand war dëst Joer nach méi grouss wéi di Kéieren virdrun an war direkt nieft deem vun der OAI. Vir eisen Stand méiglechst intressant ze gestallten haten mir dann och rëm en Roboter do stoen deen mir frëndlecherweis vun FANUC Iechternach zur Verfügung gestallt kruten. Op dëser Platz also nach emol en groussen Merci! Dëst Joer kruten mir een Roboterarm mat enger MAG-Torch deen d’Schweesen vun Baggerschëppen simuléiert huet. Den Transport vun der 1,2 Tonnen schwéierer Zell war nawell een Abenteuer vir sech an huet virun allem beim an- respektiv auslueden nawell zimlech vill Prezisiounsarbescht erfuerdert vu dass et vun der Héicht hier nawell nëmmen em en knappen Millimeter duer gaang ass. Zwëschenduerch stoung d’Camionette dann och eng Stonn beweegungsloss an den Foire’s Halen well den Pit an ech mol nach schnell een neien Schlëssel hunn missten sichen fueren, deen aneren war kuerz zweckentfremd ginn an huet seng nei Aufgab als Messer net sou richteg wollten mat maachen. Nodeems mir den Roboter dunn nach emol vun engem frëndlechen Gabelstabler-Fuerer emdréinen gelooss hunn vir dass och jiddereen en soll gutt gesinn war d’Haptattraktioun vun eisem Stand dunn endlech betriebsbereet an huet och dofir gesuergt dass vill Schüler an Schülerinnen bei eis stoen bliwwen

sinn. Eis nei Roll-Up’en vun der ANEIL déi och nach pënktlech fäerdeg ginn waren hunn vir di néideg PR gesuergt. Vir dass an deenen groussen Halen zumindest e bëssen Gemittlechkeet opkommen konnt huet eng Couche natierlech net dierften feelen. Nodeems mir eisen Stand fäerdeg ageriicht haten konnt et dann Donneschdes moies endlech lass goen. D ‘Foirë war wéi ëmmer gutt besicht an mir hunn eist Bescht gemaach vir den Schüler an Schülerinnen esou gutt wéi méiglech op hier Froen ze äntwerten. Wéi och schonn di Joeren virdrun war d’Interssen vir d’Studiengäng Bauingenieur an virun allem Maschinenbau rëm ganz grouss. Nei war awer eng Fro déi mir nawell e puer mol gestallt kruten: “ech weess net op ech soll Maschinnebau oder Bauingenieur studéieren soll?”. Eng Fro op déi mir och net sou direkt eng passend Äntwert woussten an wann mir dann erkläert hunn dass dat awer zou komplett verschidden Richtungen wieren an et eben e perséinlechen Choix wier op een dann elo léiwer géing Maschinnen oder Gebaier plangen ass oft eng weider Fro komm: “wat ass dann besser?” doropshin woussten mir definitiv eiser Hänn keen Rod méi. Wéi gutt dass mir eis Brochure den “let’s engineer” haten déi mir den Schüler dann konnten mat op den Wee ginn an der Hoffnung dass d’ Beschreiwung vum Beruffsbild hinnen vläicht weider hëllefen kann. Insgesamt kann een soen dass d’Interssen un den Ingenieursberuffer awer nach ëmmer grouss ass an dass eisen Stand gutt besicht war. Wann d’ Schüler


28 l bulli Hierscht 2012

sech schonn méi konkret vir en Ingénieursstudium décidéiert haten, dann sinn och oft d Froen iwwert Virpraktikum oder Numerus Clausus komm, hei hunn mir probéiert esou gutt wéi méiglech drop ze äntwerten an hunn och beim Choix vun der Uni-Staat gären gehollef an d’ Schüler bei dir entspriechend Cerclen geschéckt vir dass si sech do méi genau iwwert d’Aschreiwungsmodalitéiten konnten Informéieren. Oft hunn och d’Cercelen Schüler bei eis geschéckt wann si grondsätzlech Froen iwwert d’Ingeneursberuffer oder JobChancen an deenen Beräicher haten sou dass mir do gutt zesummegeschafft hunn. Esou eng Foire ass zwar ëmmer e bëssen ustrengend an mat vill Gerënns verbonnen, mee et mëscht awer duerchaus Spaass den Schüler an Schülerinnen bei der Wiel vun hirem spéideren Beruff ze hëllefen och wann een nawell oft seng Sätz muss widderhuelen. auteur: Frantzen Luc


bulli Hierscht 2012 l 29

Eye Conference zu Malta

European Young Engineers Konferenz 2012 zu Malta Genau wéi zu Rotterdam am Ufank vun dësem Joer (Bericht am Bulli Summer 2012) war d'ANEIL och op der EYE Hierschtkonferenz zu Malta vertrueden. Déi Konferenze gi vun de lokalen Ingenieursassociatiounen organiséiert a riichten sech un jonk Ingenieuren an Ingenieursstudenten. Eng gutt 80 jonk Leit sinn dunn och där Invitatioun nokomm an hu sech vum 19 bis den 21 Oktober am Hotel Golden Tulip Vivaldi zu Saint Julians zu Malta getraff. No enger kuerzer Begréissungsried huet den éischten Dag mat der traditioneller Industrievisite ugefaang. Hei hat een de Choix tëscht verschiddenen Entreprisen an Ariichtungen, wéi zB aus der Robotik oder der Waasseropbereedung vu Malta. Ech hu mech fir eng Visite beim Hotel Radisson Blu Golden Sands entscheed, déi mat hirem eenzegaartege ressourceschounende Konzept och scho vun der amerikanescher Ambassade ausgezeechent goufen. Déi ëmweltfrëndlech Technologie beschränken sech net nëmmen op Solaranlagen, mä och zB eng intelligent Stéierung vun de Klimaanlagen an de Waasserpompelen, déi vun enger Siemens Apogee Anlag op de genauen aktuelle Besoin agestallt ginn. Sou kann et zB sinn, dass an der Nuecht wa keen um Waasserkrunn hänkt, d'Pompele komplett ausginn, dat selwecht fir d'Klimakompresseren wann et sollt méi kal sinn a kee seng Klimaanlag an der Kummer unhuet.

Waasser ass am allgemengen e wäertvollt Gutt zu Malta, wëll et net ëmmer einfach ass drun ze kommen. Den Hotel stëscht an dësem Punkt eraus, dass en 2 getrennte Waassersystemer huet. De primäre Waassercircuit gëtt gefiddert duerch e puer déif Buerungen, wou am Fiels Mierwaasser eropgepompelt gëtt. D'Buerung geet an de Fiels, well sech do nämlech am stoende Mierwaasser de Sand um Buedem ofsetzt a sou net déi obligatoresch Osmose Filtere verstoppt. Dëse Primärcircuit ass dat Waasser wat aus dem Krunn kënnt an och an der Kiche benotzt gëtt. De Sekundärcircuit gëtt aus 2 Quelle gefiddert: Dem opgefaangene Reewaasser an aus der Hoteleegener Kläranlag. Dës Kläranlag befënnt sech just e puer Meter virun der Haaptentrée a mëscht sech op keng Art a Weis bemierkbar. D'Waasser aus dem Sekundärcircuit gëtt benotzt fir d'Planzen an d'Beem vum Hotel ze nätzen an, aus Sécherheetsgrënn chloréiert, zB an d'Spullkëschten vun den Toilette geféiert. De Gaascht vum Hotel kënnt mam Sekundärcircuit also normalerweis net an direkte Kontakt. Den Ingenieur vun der Etude, déi dësen Hotel geplangt huet, huet eis nach erzielt, dass och nach weider Hoteller zu Malta no deem Konzept solle gebaut ginn a souguer nach méi "gréng" solle ginn, alles ouni dass de Gaascht dovunner iergendee Nodeel hätt. Nodeems mer eis an eisem Hotel ageriicht hunn an eis e bësse frësch maache konnten, si mer op d'offiziell Erëffnungszeremonie op Valletta


L’entreprise Schroeder & Associés fut fondée en 1961. Spécialisée dans le domaine du génie civil, elle soutient des relations avec des ateliers d’architecture et d’urbanisme et travaille en étroite collaboration avec des bureaux d’études en Allemagne, Belgique, France et Suisse. La société Schroeder & Associés compte un effectif de 200 collaborateurs, dont 90 ingénieurs universitaires et techniciens, ainsi que des projeteurs, surveillants et collaborateurs administratifs.

Les activités de l’entreprise s’étendent dans tous les domaines du bâtiment, du génie civil et de l’infrastructure :

Bâtiments : étude de la structure et suivi du chantier (immeubles administratifs, hôpitaux, maisons d’habitation, centres scolaires etc.) Ouvrages d’art : conception, études complètes et suivi de la réalisation (ponts routiers et ferroviaires, passerelles piétonnières, parkings souterrains etc.) Constructions techniques et industrielles : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls de production et bâtiments administratifs, centres commerciaux, hangars, dépôts etc.) Charpente métallique : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls sportifs et piscines, halls pour industries légères et sidérurgie etc.) Voirie, réseaux, divers : routes, voies ferrées, aménagements de lotissements, aménagements de zones d’activité et industrielles, aménagements extérieurs Hydrologie urbaine : alimentation en eau potable/réservoirs d’eau, assainissements des eaux usées/stations d’épuration Hydrologie fluviale : conception, études complètes et suivi de la réalisation (aménagement et renaturation de cours d’eau, calcul de lignes d’eau et élaboration de mesures de protection contre les crues etc.) Ingénierie : mobilité : trafic réseau routier et ferroviaire, urbanisme Services : project management, coordination sécurité et santé, topographie, S.I.G., informatique


EYE Conference zu Malta gefuer. Hei konnte mer schonn en éischte Bléck op déi schéin Architektur vum ale Malta geheien an och d'Location vun der Zeremonie war standesgemäß an eng restauréierter Barracca geluecht ginn. De Präsident vun der nationaler In genieursstudentenassociatioun, der UESA, huet eis hei begréisst an e puer wichteg Leit hunn sech him a Rieden ugeschloss: d'Präsidente vun der Handelskammer, dem Ingenieursverband an der Science Kommissioun souwéi och den Dekan vum Ingenieursfachberaich vun der Uni Malta. Nodeems mer eis e klengen Éierewäin eragekippt hunn si mer och schonn an de Restaurant gaang, e malteseschitalienesche fir genau ze sinn, wonnerschéi plazéiert direkt virun der St Johns Co-Cathedral. Dono si mer nach e bëssen duerch déi al Staat getrëppelt an du war et och schonn Zäit fir zeréck an den Hotel. Ech hunn dunn och Waasser gezunn a si mech fir d'éischt an d'Dusch an dunn an d'Bett leeë gaang, aus Erfahrung wosst ech jo, dass et déi nächst Deeg nach vill ze maache gëtt. Den Dag drop stoung ganz am Sënn vu Workshops an, fir Membere vum Council wéi mech, dem Council Meeting. Workshops waren ënner anerem eng Presentatioun vun de Problemer an der Zukunft vun der Waasserversuergung, eng Demo an Erklärung vun engem EEG Moossgerät oder eng Diskussiounsronn iwwert d'Energieversuergung vun Europa an der Zukunft, geleet vun enger Grupp vu jonken däitschen Ingenieure vum VDI. Ech hat d'Éier um Council Meeting deelzehuelen an do d'ANEIL a Lëtzebuerg ze representéieren. Et goufen do och ganz interessant Gespréicher iwwert zB déi nächst Konferenzen an och d'Wiel vun 2 Task Force Plazen. Déi Leit vun der Task Force këmmeren sech dorëm, dass och tëscht de Konferenzen d'Organisatioun vun den EYE weiderleeft. No engem klenge Mëttegiessen, der Presentatioun vum aktuelle Secretary General vun den EYE, dem Tim Moenkedieck, iwwert déi aktuell Entscheedungen an d'Zukunft vum Veräin, an dem Präsident vum ireschen Ingenieursverband iwwert déi nächst Konferenz zu Dublin, goufe mer zeréck an den Hotel gefouert, fir eis fir de Gala Dinner virzebereeden. Dee gouf an engem flotte Kader am Restaurant Bacchus ofgehalen, an och hei hat ech rëm interessant a sympathesch Leit u mengem Dësch setzen. D'Gespréich ass engem dunn och net ausgaang, sou dass mer nom Dinner nach zesummen an d'Partyvéirel een drénke waren. Praktescherweis louch dat an der direkter Noperschaft vum Hotel. Mir goufen do iwwerrascht vun der Vilfalt u Bars a Clubs an et huet een definitiv déi südlännesch Heissblütegkeet gespuert. Ech hunn den Owend ausklénge gelooss mat Ingenieuren aus Holland, Däitschland an der Belge op der Terrass vun engem vun de Clubs a sinn dunn, midd an zefridden, a mäi Bett gefall. De nächste Moie war just nach e klengen Deel vum Programm geplangt, an zwar 2 Virträg iwwer Entrepreneurship an ee Startup Financement

bulli Hierscht 2012 l 31 Project zu Malta. De Präsident vun der UESA huet dunn mat enger klenger Ofschlossried d'Konferenz ofgeschloss a mir kruten all en Zertifikat an e klenge Souvenir vu Malta, e klengt maltesescht Kräiz. Den offiziellen Deel war domadder ofgeschloss, awer de Programm ass nach weider gaang fir déi Leit, déi nach bleiwe wollten/konnten. Ech hat mäi Fluch extra op Méindeg geluecht, well ech un der organiséierter Sightseeing Tour deelhuele wollt. Ugefaangen hu mer am Croisièreshafen vu Valetta wou mer eis fir d'éischt mol am Hard Rock Café gestäerkt hunn. Dono goung et mat Bus a Guide weider Richtung Zentrum, wou mer déi schéin Alstad gewisen an erklärt kruten. Zemools iwwert d'Zäit vun de Ritteren vum St. John Uerden wosst d'Madame vill ze erzielen a konnt eis sou e klengen Abléck an déi interessant Geschicht vu Malta bidden. Weider goung et an eng vun den "Three Cities", fir genau ze sinn Birgu, respektiv Vittoriosa wei se genannt gëtt säit de Grandmaster vun de Knights of St. John hei an der Staat déi grouss Victoire verkënnegt huet. Dës kleng roueg Stiedchen war haaptsächlech mat Wunnhaiser gefëllt, déi tëscht sech kleng Gässelcher fräigelooss hunn wou Owes, et ass grad däischter ginn, iwwerall Käerzen ugefaange goufen. Mat dësem imposante Bild am Kapp si mer du Richtung Yachthafen gaang, wou och schonn de Bus op eis gewaart huet. En interessante Punkt deen zu Malta oft erwähnt gouf, ass dass extrem vill Filmer op där klenger Insel gedréit ginn. "Gladiator", Troy, dem Madonna säi "Swept away" oder d'Serie "Game of Thrones" sinn nëmmen e puer Beispiller vun der illustrer Lëscht. De Steven Spielberg sot anscheinend eng Kéier, dass Malta wéi e risege Filmstudio wier. Dëst huet natierlech vill positiv Auswierkungen op d'Economie vu Malta. Ofgesi vun den offensichtleche Saache wéi Schlofplazen oder Iesse brauchen d'Filmcrews zB och vill Material, dat se net alles aus zB den USA matbrénge wëllen. Dofir hunn sech zu Malta vill Entreprisen etabléiert, déi Kameraen, Stativer, Mikroe mat Boomstick etc... verléinen. Owes sinn ech fir dës flott Experienz vu Malta ofzeschléissen nach mat enger Grupp Däitscher, Iren, Belsch, Hollänner a Schotten een huele gaang. Ugefaang hu mer an engem däitsche Café an opgehal an engem Irish Pub mat Karaoke. Den Owend war dann och sou witzeg wei een et sech ka virstellen. Fir mech war et dunn géint 1 riwwer an ech si mech fir meng läscht maltesesch Nuecht op d'Ouer leeë gaang. Alles in allem war et rëm eng super Konferenz, ech hunn op dëser fir mech zweet EYE Conference nach méi Leit kenne geleiert a mat menge Kollegen aus den auslännesche Comitéen interessant Iddien ausgetosch a forméiert an hoffen, sou an Zukunft interessant Kooperatiounen hierstellen ze kënnen. Dës Konferenze sinn d'Haaptaktivitéit vun den European Young Engineers a fannen zwee Mol


32 l bulli Hierscht 2012

am Joer statt. D'Invitatioun geet un all Membere vun den Associatiounen, déi Member am Verband vun den EYE sinn, also och un d'Membere vun der ANEIL. Déi nächst Konferenz fënnt zu Dublin statt, vum 7 bis de 9 Juni 2013, déi drop am Hierscht 2013 zu Antwerpen. Ech hu schonn éischt intern Informatiounen iwwer Dublin a kann iech soen, dat gëtt eng gutt! Wann ee vun iech interesséiert ass, mat op eng Konferenz ze goen, mellt iech am beschte bei mir (venant.pirrotte@aneil.lu). Mir wäerten d'nächst Joer och rechtzäiteg fir d'EYE Konferenze Reklamm maachen. auteur: Venant Pirrotte


bulli Hierscht 2012 l 33

日本でのインターンシップ

D’Iwwerschrëft ass op Japanesch, an bedeit: Praktikum an Japan. Ech hunn am vergangenen Summer en Stage bei der Yokogawa Bridge Corporation zu Osaka an ech wëll Iech hei en klengen Erfahrungsbericht iwwert d’Lierwen an d’Schaffen an Japan ginn. Als éischt wëll ech domat unfänken wéi ech iwwerhapt un dësen Stage komm sinn, well dat kann flaicht deen een oder aaneren vun iech intersséieren. Ech hunn mech am November 2011 bei der IAESTE (International Association for the Exchange of Students for Technical Experience) zu Oochen vir en Austausch beworben doropshinn krutt ech am Februar e puer Platzen virgeschloen wou ech passend zu mengen Studien an mengen Sproochkentnisser hunn missten eng Preferenz unginn. Main Choix war als éischt op Panama gefall, mee leider huet een dofir Basis-Kenntnisser am Spueneschen gebraucht, déi ech awer net hat. Well main zweeten Choix Japan war, main Profil gepasst huet krutt ech dun mat e bessen Gleck die Platz zu Osaka zougewisen. Vun deem Moment un ass een Richtegen Papeier-Krieg ungang. Ech hunn missten eng komplett Bewerbungsmap op Englesch an sellech Formularen ausfellen an un d IAESTE schecken. Dofir huet sech main Patron an Japan awer em eng Wunneng an em d’Arbeschtserlabniss gekemmert. En Visa bauch een vir Japan réicht wann een méih wéi 3 Méint do bleiwt, do war ech liicht drënner. Schluss endlech krut ech den 28 Juni meng Bestätegung vun Japan dass ech den 23ten Juli kéinnt unfänkens sou dass ech dunn mol nach

schnell een Fluch hunn missten buchen. Mat enger grousser Valise sinn ech dunn den 19ten Juli vun Letzebuerg iwwer Amsterdam op Osaka geflunn, dat ganzt dauert ongeféier 20 Stonnen dofun ronn 12 am Fliger. Dohannen unkomm ass die furchtbar Hëtzt, iwwer 30°C, verbonnen mat enormer Loftfiichtegkeet, em di 80%, dat éischt wat engem opfällt. Do fillt een sech wéi an engem Dampfbad an dorunn sollt sech an deenen nächsten zwee Méint och naicht enneren. Um Fluchhafen hätt ech sollten vun engem Japaneschen IAESTE-Member ofgeholl an bei meng Wunneng bruecht ginn. Well den Student awer keng Zait hat an meng Wunneng sowisou nach net frai war, ass beides dunn mol ausgafall an ech war op mech aleng gestallt. Als éicht sinn ech dun mol op Kyoto gefuer, wou ech en aaneren Student sollt treffen vir mir d Stadt ze weisen. An Japan mam öffentlechen Transport fueren ass zwar ganz komfortabel, mee leider zimlech komplizéiert well sie mat den engleschen Bezeechnungen nawell zimlech spuersam emginn. Am noutfall kann een emmer Leit froen, déi sinn och ganz frëndlech an hëllefsbereet, mee verstinn an der Regel awer keen Wuert vun deem wats een seet. E gudden Orientéirungssënn ass also vun groussem Virdeel dohannen an Cash soll een och emmer dobai hunn, well am héich moderenen Japan sinn Visa an co. nach emmer zimlech onpopulair. Meng éischt Nueschten hunn ech an Jugenherbergen verbruecht déi emmer supper propper an net ze déier waren.


34 l bulli Hierscht 2012 Sonndes owes sinn ech dunn zereck op Osaka gefuer wou ech dann Méindes moies ganz frëndlech emfangen ginn sinn an och schon meng Arbeschtsuniform an main Büro gewisen krut. Dono krut ech dunn och meng Wunneng déi war em di 8 quadratmeter grouss an et goufen nemmen 3 Miwel dobannen: en Bett, en Schreifdësch an en Schaaf. Dat geet am Fong och duer, well um Fernseh hätt ech souwisou keen Wuert verstann, par conter wär Internet awer schon zimlech praktesch gewiercht, mee dat gouf et leider och net, genau sou wéi en Frigo. D’Duschen an d Toiletten waren gemeinsam mat ronn 40 aanern Arbeschter aus menger Firma, luxus gouf et do och keen, dofir awer deen üblechen Wasserstrahl deen den Toilettenpapeier quasi iwwerflësseg mecht, dat ass eben dohannen esou üblech... Eng kleng Klimaanlach ass natirlech Standart dohannen, well ouni déi schléift een do keng Sekonn, vun dass et och Nuets net ënner 30°C ofkillt. Bis op d’Arbescht huet main Zuch +/-40 Minuten gebraucht, dono ass vun der Gare een Firmen-Bus gefuer, deen leschten um 20 vir 8, vir dass och jidereen op manst 10 Minuten ze fréih um Büro ass, och dat ass dohannen esou üblech, sou dass ech all Moien um 6 Auer hunn missten opstoen. Alles dat huet sech awer gelount, well en Praktikum bei der beschter Breckenbaufirma vun Japan ass awer eng Erfahrung déi ech mir net entgoen lossen wollt. Zu Osaka huet Yokogawa Bridge Corp. (YBC) net nemmen hier Büro’en wou d Brecken geplangt an berechent ginn, mee och d’Fabrik wou se dann direkt op der Platz zesummen gebaut ginn. Ronn 700 Leit hunn hei geschafft, dofun ongeféier 300 am Ingenieursbüro wou ech och meng éischt 6 Wochen verbruecht hunn. An Japan schaffen ass awer net su einfach, well eben alles op Japanesch ass an ech dofir och net wirklech vill konkret vir d Firma schaffen konnt. Mee dessen waren sie sech awer och bewosst an sie hunn vill Wert drop geluecht mir genau ze erklären wéi deen ganzen Prozess vum Breckenbau geing fonktionéieren sou dass ech an deenen puer Wochen vun A bis Z alles gewisen krutt an demenstpriechend och vill baigeleirert hunn. All meng Fro’en goufen emmer gär beäntwert och wann d Kommunikatioun heinsdo schwiereg war well d Japan wirklech schlecht Engelsch schwetzen. No der Theorie ass et dunn an d Praxis gang an ech konnt mir zou Wochen an der Fabrik all d Produktionsschretter: Markéieren, Schneiden, Béihen, Schweessen, Zesummenbauen an Riichten am Detail unkuken an hunn och dierften hei an do mol bessi selwer ausprobéiren. Et war absolut impressionant ze gesinn wéi aus Tonnen vun stohlenen Placken herno ferdeg Brecken ginn. Als kréihnenden Ofschloss sinn ech déi lëscht zwou Wochen durch hallef Japan gefuer vir mir die verschidden Baustellen un ze kuken op deenen d YBC grat am gangen war hier Brecken op ze riichten. D’Firma huet all d Transport- an Hotelkäschten iwwerholl, sou dass ech vun Hiroshima, iwwer Nagoya bis

E Bericht aus Japan Tokyo hallef Japan gesinn hunn. Natirlech huet een trotz 40 Stonnen-Woch och nach genuch Fraizait vir sech d Land an seng Kultur unzekuken, an do get et an Japan genuch ze entdecken. Virun allem zu Kyoto, der traditiounsraichster Stadt, kann een honnerten vun Tempelen kuken goen an et kritt een Ableck an déi äusserst komplex japanesch Kultur. Tokyo ass eng gigantesch Stadt mat iwwer 30 Milliounen Awunner. Hei vermescht sech dat traditionellt mat deem modernen an et get onendlech vill ze gesinn an ze erlirwen. Am Beschten hunn ech natirlech Osaka kennen geléiert, eng Stadt mat vill Industrie wou hard geschafft get mee awer och Owes gären mol een gedronk get, an dat obwuel die meescht Japaner den Alkohol net esou gut verdroen. Zu Kobe war ech dann och nach um 297 m héichen Pylon vun der Akashi-Kaikyo Bréck, mat 1991m Spannwait an 3991m Gesamtlengt, der gréisster Hängebreck vun der Welt, déi zum Deel och vun YBC gebaut ginn ass. Typesch vir Japan ass die immens frëndlech an héiflechkeet vun den Leit verbonnen mat engem ganz héigen Lierwensstandart, supper Service an allen Beraicher an excellent Iessen.. Ech kann en Stage oder eng Vakanz an Japan nemmen wärmstens empfehlen an falls sech een e bëssen méih dofir intersséiert an nach weider Froen huet kann ech sech gären bei mir mellen. auteur: Luc Frantzen


bulli Hierscht 2012 l 35


bulli 2012_4  
bulli 2012_4  

aneil bulli 2012_4

Advertisement