Page 1

bulli

Hierscht 2012

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


2 l bulli Hierscht 2012

Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2012 5 Visite Arcelor Mittal 7 Summervisite11 Annonce Foire de l‘étudiant 16 Bofferdeng17 Braunschweig21 Invitatioun vir d‘ Rees an Polen  26 Finnland27 dei läscht Säiten 34 Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Venant Pirrotte Pit Schumann Samir Maudarbocus Chefredakter: Pol Dax Layout: Max Schmitz Cover Foto: LCSB © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com Drock: Imprimerie Centrale De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.


bulli Hierscht 2012 l 3

Virwuert

Virwuert

Léif Memberen, d'Blieder fale vun de Beem, d'Deeg gi méi kuerz a wann sech mëttes den nächtlechen Niwwel verzitt komme rout, orange a brong Landschaften zum Virschäin. ... net wierklech! Mee dir hutt verstan ëm wat et geet: et ass Zäit fir d'Hieschtausgab vum bulli. Nieft eiser (Re-) Visite vun der Brasserie Nationale (Bofferding a Battin), wou mer eis, no kuerzem Mësstrauen, nach eemol vun der Qualitéit vum lëtzebuerger Béier iwwerzeege konnten, stoung och nach - dëst Joer nei - eis grouss Summervisite um Programm. Heifir hu mer eis ee ganzen Dag Zäit geholl fir als éischt zesumme bis op Saarlouis d'Fordwierk kucken ze goen an dann, vun engem gudde Mëttegiessen op der Musel gekräftegt, bei den Domaine Henri Ruppert schmaachen ze goen ob de lëtzebuerger Wäin et mat sengem Pendant aus Happ a Malz ophuele kann. Loosst iech also d'Artikelen net entgoen a fannt et selwer eraus. Weiderhi fannt der an dëser Ausgab nach een interessanten Artikel vum Samir iwwer d'Liewen a Studéieren zu Braunschweig - eng Stad déi wuel deene mannste lëtzebuerger Studenten als Studiendestinatioun wäert duerch de Kapp gaang sinn - an ee Bericht vum Pit Schumann, besser

bekannt ënner sengem Kënschtlernumm Schumpi, iwwer säin Openthalt a Finnland. Opmierksam maache wëll ech iech awer och nach op eis Rees déi eis dëst Joer a 5 Deeg duerch Pole féiert a wou et sécher sou munches z'erliewe gëtt. D'Umeldung leeft! Wéi all Joer ass d’ANEIL och dëst Joer dann och op der Foire de l’Etudiant vertruede fir d’Schüler an zukünfteg Studenten iwwer de Studium an de Beruff vum Ingenieur z'informéieren. Et ginn dëst Joer awer erëm e puer Neierungen: nei Oplag vum Let’s engineer an nach een Update vun eisem Stand! Mir freeën eis fir e puer vun iech op eisem Stand ze gesinn. Samschdes no der Foire wäerte mer dann och nach am Nomëtteg eng Visite organiséieren, dir kënnt iech den Datum also schonn notéieren. Ech wënschen iech wéi ëmmer vill Spaass beim Liese vum bulli. Bis geschwënn Max


bulli Hierscht 2012 l 5

Comité 2012

Comité 2012 Max Schmitz

Luc Frantzen

Zürich Maschinenbau

Oochen Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 59 55 281

+352 691 567 019 +49 176 22 99 72 90

max.schmitz@aneil.lu

luc.frantzen@aneil.lu

Sophie Hellinghausen

Samir Maudarbocus

Oochen Bauingenieur

Braunschweig Luft- und Raumfahrttechnik

+352 621 389 027 +49 178 88 53 448

+352 691 720 337 +49 176 80 29 23 27

sophie.hellinghausen@aneil.lu

samir.maudarbocus@aneil.lu

Yves Roth

Venant Pirrotte

Karlsruhe Maschinenbau

Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL

+352 691 915 070 +49 151 29 11 08 94

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

yves.roth@aneil.lu

venant.pirrotte@aneil.lu

Pol Dax

Jules Petit

Oochen Maschinnebau

Zürich Maschinnebau

+352 661 672 650 +49 162 14 95 563

+352 661 474 328 +41 76 54 03 833

pol.dax@aneil.lu

jules.petit@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Studieninfo

Responsable Publications

Yves Duhr Webmaster Oochen Informatik +352 621 483 134 +49 178 89 29 370 yves.duhr@aneil.lu

Vice-Président

Trésorier

Responsable Visites a Rees

Responsable Partenaires


PARLONS DE VOUS

BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Communication Marketing Septembre 2012

Pour son 1er job, Tom veut être au top !

Démarrez à fond dans la vie professionnelle avec l’offre Startin’ Jeunes Actifs, gratuite jusqu’à 29 ans* ! Plus d’infos sur

startin.lu

startin.lu *

L’offre comprend un compte courant, une carte de débit V Pay, une carte de crédit MasterCard Blue ou Visa Classic, le Web/Mobile Banking et des retraits et virements gratuits au Luxembourg et à l’étranger. Voir conditions en agence, sous réserve de la domiciliation de votre salaire.


bulli Hierscht 2012 l 7

Visite bei Arcelor Mittal Belval

De 9 Mee 2012 ass d'ANEIL enger Invitatioun vun ArcelorMittal Belval nokomm an huet sou déi drëtt Visite am Joer 2012 an der Schmelz am Süde vu Lëtzebuerg ofgehalen. Nodeems mer eis Autoen beim Direktiounsgebai geparkt haten (mir hunn all dierfen iwwert de Site zu Belval fueren a konnte sou schonn en éischten Androck iwwert déi beandrockend Gréisst vum Wierk kréien), goufe mer vun de Chefen vun de Wierker a vun de Responsablen vum HR empfaangen. Déi éischt Etape deen Dag war de gutt 20 ANEILs Memberen eng Presentatioun iwwert d'Firma ze haalen an hinnen sou en Iwwerbléck iwwert ArcelorMittal, hier Operatiounen zu Lëtzebuerg an d'Wierk zu Belval ze ginn. Informéiert a mat Helm a Schutzbrëll ausgerüst si mer dono lassmarschéiert an hunn eis an déi éischt Hal gemaach, d'Walzwierk. Um Wee dohinner krute mer nach Palplanche gewisen, déi grouss Stolbarrièren fir zB am Hafen Becken ofzetrennen oder aner Strukturen waasserdicht anzepaken. ArcelorMittal Belval ass de gréissten Hiersteller vun der Welt an deem Beräich an d'lëtzebuerger Palplanchen sinn dowéinst op ville Plazen am Asaz. Beim Betriede vum Walzwierk ass eis gläich opgefall, dass et méi waarm ëm eis ginn ass. Kee Wonner, stounge mer dach nëmmen e puer Meter iwwert dem gliddege Stol, dee grad a seng Form gewalzt ginn ass. Déi Hal an dee Produktionsschrëtt gëtt et scho laang, mä iwwert d'Joeren sinn hei vill Verbesserungen agefloss sou dass déi Maschinnen

och nach haut asazfäheg a rentabel kënne sinn. Ofgesinn vum ingenieurswëssenschaftlechen Aspekt war awer och schonn alleng d'Kucken beandrockend, et huet ee regelrecht gespuert wat fir eng Kraaft do zum Asaz koum beim an d'Form drécken vun deene grousse, gléiende Stolstécker. Ënnerwee bei de nächsten Checkpoint hu mer en Abléck kritt an déi riseg Infrastruktur um Site Belval. Schinnen, grouss Kranen, riseg Halen an ëmmer rëm Zwëschendepoten fir Material am Hierstellungsprozess déiten och hei nach ëmmer op eng grouss Produktivitéit hin. Déi genannte Saachen am Superlativen hate mer dunn och scho virun eis stoen: de grousse Schrottdepot, de Kran mam Gräifaarm an d'Schrottbehälter op Schinnen. Hei gëtt d'Urpsrongsmaterial vun de Produiten, déi aus dem Wierk zu Belval erauskommen, ugeliwwert, iwwerpréift op verbuede Substanzen oder Verstrahlung, zortéiert fir dass de Kranführer graff e Mixe kann zesummesetzen an dann am risege Schrottbehälter an den Elektrodenuewen gefouert. Do ass et dunn och fir eis higaange, mat engem Zwëschestop am Kontrollstand, wou mer de Schmelzmeeschteren konnten iwwert d'Schëller kucken, wéi se dee ganze Prozess gesteiert an iwwerwaacht hunn. Kuerz dono konnte mer dat Schauspill dunn och vu noem gesinn, an zwar just aus e puer Meter Entfernung. Eng Elektrod a vill Stroum ginn duer,


Esprit d’équipe. Humanité. Intégrité. Solidarité. Compétitivité. Les valeurs du rugby sont aussi nos valeurs. Cela explique pourquoi ce sport nous tient tant à coeur. D’autant que nous jouons également sur le terrain « vert », en multipliant les constructions durables et en appliquant scrupuleusement les normes ISO et OHSAS (Qualité, Sécurité & Environnement). www.cdclux.com Bâtir ensemble l’avenir en confiance

Les plus belles avancées se font en équipe.


Arcelor Mittal

bulli Hierscht 2012 l 9

fir dee ganze Schrott anzeschmëlzen fir en dono weider ze verschaffen.

Null Toleranz, sou dass och d'Leit vun ArcelorMittal déi matkomm sinn, fir deen Dag Feierowend haten.

De flëssege Stol gëtt da weider am Kessel transportéiert a bei d'Coulée Continue bruecht. Hei gëtt dofir gesuergt, dass e konstante Floss mat enger fixer Temperatur duerch d'Forme leeft a sou Stolträger hiergestallt ginn. Voll automatesch a virum ofkillen ginn déi Träger da kleng geschnidden a ginn da lues ofkillen an a Richtung Depot lafe gelooss.

Bei engem gudde Béier a Fingerfood hu mer dunn mat de Leit vun ArcelorMittal iwwert hier Firma, hire Beruff an d'Méiglechkeeten fir eis zu Belval diskutéiert. D'Aluedung fir dëse flotten Dag war nämlech aus engem Meeting éischter am Joer tëscht der Direktioun vun ArcelorMittal Belval an dem Comité vun der ANEIL erfiergang, aus dem einfache Grond dass, och wa Konjunkturschwächt a Kris am Moment am allgemengen e grousst Thema ass, ëmmer nach Ingenieuren gesicht ginn, sou och bei ArcelorMittal Belval. Zéckt also net, iech fir är Stagen, Bachelor-/Master- oder Diplomaarbechten bei hinnen ze mellen. Job a Stage Offeren fannt der och an eise Newsletteren oder op aneil.lu.

Eis läscht Etape war den Train Moyen Belval, eng laang Hal an där quasi automatesch riseg Träger vun alle Formen a Längten kennen hiergestallt, geschnidden a verpaakt ginn. Och hei gouf et an de läschte Joren vill Investitiounen a villes ass um neisten Stand vun der Technik. De prakteschen Deel vun der Visite ofgeschloss ass et dunn Richtung Belval Plaza gaang, wou eis ArcelorMittal am Urban e Patt spendéiert huet. Um Site vun ArcelorMittal ass eng 0,0 Promill Politik mat

Op dëser Plaz e grousse Merci un ArcelorMittal Belval fir dës flott Visite an de gudde Patt. Auteur: Venant Pirrotte


CFL cargo se développe et souhaite intensifier ses activités transeuropéennes dans le fret ferroviaire. Vous êtes un futur ingénieur, intéressé par un secteur complexe et dynamique, en permanente évolution ? Venez renforcer nos équipes et mettez votre avenir sur les rails du futur ! Nous offrons de nombreuses perspectives d’évolution ainsi qu’une participation active sur les différents projets de développement de nos trafics. Intéressés ? Contactez jobs@cflcargo.lu. Plus d’informations sur www.cflcargo.eu.


bulli Hierscht 2012 l 11

Summerevent : Visite vun den Ford Wierker zu Saarlouis an Wäinprouf am Domaine Henri Ruppert

De 16 August 2012 hat d'ANEIL eng kleng Première. Ech, de Venant, hat mer virgeholl, e klengen Event deen e ganzen Dag leeft ze plangen. Dobäi sollt et deels ëm Visiten an Industrie goen, awer och de sozialen Deel vun eisem Veräin net ze kuerz kommen. Well mer deen Dag och nach extrem Chance mam Wieder haten, ass dës éischt Editioun vum Summerevent géif ech soe ganz gutt gelongen. Mä amplaz ëmmer ze liesen wat de Responsabel vun de Visiten erlieft huet, kritt der dës Kéier e Rapport vun engem vun eise Memberen, dem Schumanns Pit. Bis ob e puer Kommentaren a Gepiddels vu mir geet dësen Artikel ganz op säi Konto, woufir ech him och schonn direkt villmools Merci soen! A lass... Moies 07:20 um P+R Houwald. Wéi d'Traditioun et wëllt, kënnt deen deen am nooste wunnt ëmmer als läschten op de Rendez-vous. An deem Fall wor ech et (ausnahmsweis). Haut de 16.08. op engem Donneschden Moien huet d'ANEIL alt nees en interessanten Dag organiséiert, bei där eng Grupp vu ronn 15 gutt ausgeschlofene Studenten sech op de Wee op Saarlouis gemeet hunn, fir sech d'Ford-Wierk zu Saarlouis unzekucken an dann den Dag mat engem gemittlechen Mëttegiessen an enger nach méi gemittlecher Wäiprouf beim Domaine Henri Ruppert op en Enn goen ze loossen. Mee, komm mir fänke mol vir un. Lass goung et also Moies vun der Staat aus a Richtung Saarlouis. Wou mir ukoumen goufe mir dann och schonns vun

eisem Guide begréisst an et ass direkt lass gaangen mat engem 30 minütegen Aféierungsvideo, deen engem eng Iwwersiicht ginn huet, wéi déi ganz Produktioun ofleeft a wéi eng Betriber nach all un der Produktioun vun der Focus-Famill (Ford Focus, Ford Focus Turnier, Ford Focus ST a Ford Focus RS ) an dem Modell Ford Kuga bedeelegt sinn, déi hei gebaut ginn. Dono stoung dunn eng geféiert Visite um Programm wou mer mam Ford-eegenen Péitrussexpress duerch dat dach relativ grousst a wäitleefegt Wierk gefouert goufen. Eng Straussefarm fir d'Ford-Wierker Am Aféierungsvideo hu mer virop geléiert, datt nawell eng jett Betriber (méi wéi 10) un der Produktioun bedeelegt sinn. Sou ginn z.B. d'Sëtzer, d'Armaturebriet an de Motor als fäerdeg Produit'en geliwwert, an am Wierk just nach a- respektiv zesummegesat. All d'Betriber déi Deeler hierstellen sinn an direkter Noperschaft ugesidelt oder sinn deels souguer direkt un d'Wierk ugebonnen, sou datt d'Moduler iwwert eng Aart Gondelsystem op der gewënschter Plaz ofgeliwwert ginn. Mat dëser direkter logistescher an digitaler Ubannung ass et méiglech, Just in Time a souguer Just in Sequence OEM-Deeler am Hierstellungsprozess anzeplangen an unzefuerderen. Eng aner interessant Info wor, datt d'Karosserien, nodeems se géint d'Korrosioun geschützt goufen mat Straussefiederen ofgebiischt ginn. Dëst huet ënnert de Studenten zu enger interessanter Iddi gefouert, fir dann evtl och eng Straussefarm do opzemaachen. Dobäi kéint de


Votre futur au sein d’un groupe d’avenir. Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes. Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

Energy in motion

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services. Envie de nous rejoindre?

creos.net


bulli Hierscht 2012 l 13

Produit Strauss dann och ganz effizient agesat ginn, als Plomme-, Eeër- an Fleeschlieferant. Eng super Iddi déi onbedéngt muss weiderverfollegt ginn. Op der Visite wor et schonns impressionant ze gesinn, wéi aus e puer Deeler Blech a ronn 3h eng komplett Karosserie entsteet, an dorausser um Enn ee kompletten, wéi vum Client bestalltenen, Auto erausrullt. Et huet een och di enorm Logistik konnte bestaunen, déi derhanner stécht fir datt z.B. di richteg Sëtzer an dee richtegen Auto kommen an den Auto och déi vum Client gewënschten Accessoiren kritt. D'Taktzäit op de Linne wor 36s tëschent zwee Autoen an 72s fir den Assemblage wou op zwou Linne parallel geschafft gëtt. An net seelen sinn d'Autoskeletter iwwert eis Käpp geschwieft. Sou goufe mer dann och gewuer, datt fir ee neie Ford Focus op d'Been ze stellen 13,5h gebraucht ginn. Mir konnten och di gewalteg Presse bestaunen, wou déi verschidde Blechdeeler gestanzt a gebéit ginn. Hei huet Ford ronn 4,0 Mio € an eng fonkelnei Sulzer-Press investéiert, déi zwee Stanzdeeler parallel ka produzéieren. Iwwregens sinn bei Ford selwer eng 6.000 Leit beschäftegt, am Ford Industrial Supplier Park niewendrun nach eng Kéier eng gutt 2000. Säit 1970 d'Dieren opgaang sinn goufen hei schonn iwwer 12 Milliounen Autoe gebaut an hautdesdaags mëscht alleng Ford 30% vum Export vun eise Noperen am Saarland aus.

Vu Kanarievillercher a Käerzen: Domaine Henri Ruppert No der ausféierlecher Féierung an de Ford-Wierker wor et Zäit de Mo ze stäipen. Dofir si mir zu Perl an d'Maimühle gaangen, wou fir d'éischt emol ee spruddelegen Aperitif vum Patron, deen e Wäikenner ass, op eis gewaart huet. Nodeems mer eis d'Bäich gutt vollgeschloen haten an en plus d'Entdeckung gemeet hunn, datt och an der Äifel Whisky hirgestallt gëtt, ass et op di läscht Statioun gaangen, bei de Ruppesch Heng op de Markusbierg, wou eng Wäiprouf op eis gewaart huet. Ugefaangen huet alles mat enger klenger Visite vum spéidere Wunnberäich an deem dach ganz opfällege Bau vum François Valentiny. Eng Iddi hannert dem gewootene Gebai wor et, de Wäin net méi nëmmen iwwert Prouwen ze vermaarten mä schonns duerch eng opfälleg Architektur de Virwëtz vun de Leit ze këddelen. De Wee dohinner lount op alle Fall, schonns alleng wéint der wonnerschéiner Vue. Weider goung et mat der Besichtegung vun der Kellerei, wou all bekannten Zorte vu Musel-Wäiner an och Cremant'en hiergestallt ginn. Da goufe mer och nach interessant Aspekter zur Wäinhierstellung gewuer: sou produzéieren 1.000l Wäin ronn 40.000l CO2. Dës huet da fréier an de schlecht belëften Gewölwekelleren dann och zimlech dacks zum Doud gefouert. Dofir hunn d'Leit meeschtens eng Käerz oder a Kanarievillche matgeholl, déi op


RETHINK CAREER THINK INNOVATION Researchers, PhD students, research support and administrative staff, students, join the leading public research employer in Luxembourg and work in a challenging environment.

Find all our job offers, thesis proposals, internships, etc. at www.tudor.lu/jobs

Innovating together


Summervisite

bulli Hierscht 2012 l 15

de Buedem gesat goufen fir de Sauerstoffgehalt z'iwwerpréiwen. Wann d'Gezwitschers dann opgehalen huet da wor et Zäit eraus ze goen. Als Vergläich fir de geneigten Ingenieur: domadder kann ee mat engem VW Golf IV 1.9 TDI ënnert SATP (Standard Ambient Temperature and Pressure)-Bedingungen (T=25°C, p=1,013bar, ρCO2=96,678g/l) ronn 28.300km fueren. Uschléissend un d'Visite koum dunn d'Wäiprouf, bei där engem direkt d'Muselliddchen an de Kapp koum: “Hutt dir mol d'Flemm an déi gitt der nit lass, da loosst de Kapp dach nit Hänken, Hutt dir och Suergen duerch Noopeschbeschass, a nit méi wësst wat ufänken, Da fuert op d'Musel a stréckt iech eng un...” Zum Ofschloss, soen ech der ANEIL nach eemol Merci fir dee flotten Dag a bis demnächst.

Ech, de Venant rëm, soen dann och dem Schumpi an all den anere Memberen déi do waren villmools Merci fir d'Partizipatioun an déi gutt Stëmmung. E grousse Merci och dem Sigi Heimer vu Ford, dem Frederik Theis a sengem Team a vun der Maimühle an dem Henri Ruppert a sengem Team vum Domaine Ruppert. Auteurs: Pit Schumann Venant Pirrotte


Foire de l’Etudiant 2012 Donneschdes a Freides de 15. a 16. November 2012 Wéi all Joer ass d’ANEIL och dëst Joer op der Foire de l’Etudiant vertruede fir d’Schüler an zukünfteg Studenten iwwer de Studium an de Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Et ginn dëst Joer awer erëm e puer Neierungen. Nieft der neier Oplag vun eiser Informatiounsbrochür Let’s engineer déi d’lescht Joer een immens grousse Succès hat ass de Konzept vum Stand nach eemol iwwerduecht ginn. Mir behalen eise grousse Stand vum leschte Joer mat Sëtzeck, Tele a Roboter, setzen dësen awer méi prominent an Szen a kombinéieren en mat de Stänn vun der ALI, dem OLG an dem OAI fir d’Schüler beschtméiglech a komplett kënnen z’informéieren. Mir freeën eis ëmmer fir e puer vun eise Memberen op eisem Stand ze begréissen an hoffen dofir der e puer vun iech do ze gesinn.


bulli Hierscht 2012 l 17

Visite bei der Brasserie Nationale

De 15 September huet d'ANEIL, rechtzäiteg fir de Summer ofzeschléissen, d'Brasserie Nationale zu Nidderkäerjeng besicht. Mir wosste schonn vun der Visite d'läscht Joer, wéi vill Spaass den Event mëscht a sou hunn sech och gutt 10 Membere dee Samschdeg fonnt, fir de Lëtzebuerger Béier ze erfuerschen. Empfaangen a betreit goufe mer vum Odette Bermer, déi eis all gutt am Grëff hat, ass dach net hire Bouf mäin ale Noper vu Kaiserslautern an och Maschinnebauingenieur. Lass gaang ass et direkt am Häerz vun der Brauerei, dem Raum wou d'Kesselen stinn. Duerch erfollegräich Investitiounen steet haut eng vun de modernsten Anlagen vun der Welt do, déi voll automatesch a mat alle méiglechen verfahrenstechneschen Spillereien en optimale Brauprozess garantéiert. Vill Personal gëtt net méi gebraucht, déi 4 Brauchefen (dorënner och eng Fra) hunn dee ganze Viirgang fest am Grëff. E flotte Video huet eis an d'Hierstellung vum Béier agefouert an eis en Iwwerbléck ginn, wat een alles sou brauch fir Béier ze brauen. Nëmmen déi bescht Produiten, dorënner Hief vu Weihenstephan a Waasser aus dem eegene Pëtz, liwweren eis eise lëtzebuergeschen Spëtzebéier, Bofferding wéi och Battin, deen hei och e puer Deeg an der Woch gebraut gëtt. Net nëmmen d'Hierstellung an d'Infrastruktur fir d'Visiten si modern bei der Brasserie Nationale, mä

och den Hannergedanken vun der Nohaltegkeet zB. Recycling gouf a gëtt staark duerchgesat, ugefaang mat den Emballagen. Net nëmmen den Asaz vu Vidangefläschen aus Glas entlaaschten d'Natur, mä och den Asaz vu Metall a Plastik geschitt just nach mat de Gedanken beim Recycling. Awer och d'Produktioun brauch sech net ze verstoppen: Den Treber, de Reckstand aus dem Läuterbottich, gëtt un d'Baueren verkaf, déi dës proteinräich Reschter ënnert d'Fudder fir d'Véi mëschen. D'Hief, déi nom Gärprozess iwwreg bleift, gëtt an der pharmazeutescher an kosmetescher Industrie gebraucht. An zu gudder Läscht gëtt de Kieselgur aus dem Filtersystem vum Bauer benotzt, fir schwéiere Buedem opzelackeren an ze verbesseren. Dat gutt Waasser, dat fir eise gudde Béier verwend gëtt, kënnt aus engem ënnerierdesche Reservoir, dee besser Qualitéiten wéi eist normalt Drénkwaasser opweist. Sollt enges Daags d'Fördermenge net méi duergoen, kann duerch méi déif Buerungen nach vill méi Waasser erreecht ginn. Beim Thema Waasser huet sech och de Fortschrëtt gewisen: duerch Modernisatioun vun der Produktioun a Prozessoptiméierungen wéi de Cleaning In Place ginn haut just nach 4 Liter Waasser pro Liter Béier benotzt. 1980 waren dat nach 12 Liter! Och wann eis den ongefilterten Béier, dee mer probéieren duerften, gutt geschmaacht huet, war


Passionnés par la recherche ? Découvrez un monde d’opportunités sur le Portail luxembourgeois de l’innovation et de la recherche. Ce portail est la source d’informations de référence en matière d’innovation et de R&D au Luxembourg. Un outil indispensable pour connaître les acteurs de la recherche au Luxembourg, découvrir leurs compétences, vous informer sur les perspectives d’avenir, et suivre toute l’actualité du secteur.

www.innovation.public.lu L’innovation et la recherche commencent ici.

Avec le soutien de :

Union européenne Fonds européen de développement régional

Investit dans votre avenir


bulli Hierscht 2012 l 19

Bofferdeng

d'Filtréierung och ganz interessant. De genannte Kieselgurfilter gëtt vun engem Schichtefilter gefollegt, de ganze System huet en Duerchsatz vun 150 hl/h. No engem Passage laanscht eng grouss Sammlung vun alem Braugeschier an engem witzege Videocollage vu Bofferding Reklammen (De sëffege Secret vu Lëtzebuerg) begleet vun enger gudder Drëpp, si mer dohinner koum, wou d'Zukunft sech am offensichtlechste weist: d'Offëll- a Verpaakungsanlag. Hei ginn Fläschen a Fässer automatesch gebotzt, kontrolléiert, steriliséiert, gefëllt, gelabelt an soit a Cageoten oder vun engem Roboterarm vun KHS op Palette gesat. Déi läscht Etape virum sëffegen Deel war en Abléck an d'Geschicht. D'Brasserie Nationale huet en alen Generator wonnerschéin restauréiert an mat ale Reklammen, Gadgets a Glieser fillt een sech hei staark mat der Vergaangenheet verbonnen en et kritt een déi ganz berechtegt Lëtzebuerger Houfregkeet fir eise gudde Béier ze spieren. Dunn ass et awer un den Humpe gaang a mir hu schéi brav alles probéiert: Battin Gambrinus, Battin Fruitée, Battin Extra, Bofferding an Bofferding Hausbéier. Nodeems mer eis nach mat Merchandising Artikelen a Schnaps agedeckt hunn war et dunn och schonn Zäit, sech an d'gëllend Buch anzedroen an de Leit vun der Brauerei Merci ze soen fir déi flott Visite an hier Gedold fir de

laange Patt. Ech wëll och wéi ëmmer de Memberen Merci soen fir hiert Vertrauen an hier gutt Laun an ech hoffen, vill vun iech all op eiser Rees a Polen dëst Joer erëmzegesinn. Auteur: Venant Pirrotte


Construisons ensemble votre futur !

@

€ Avec plus de 3600 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, le groupe P&T est le 5e employeur du pays. Avec sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, P&T est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 25 nationalités différentes. Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous ! 1

P&TLuxembourg, Partout. Avec vous. une entreprise innovante. E n t r e p r i s e d e s P o s t e s e t Té l é c o m m u n i c a t i o n s - L - 2 0 2 0 L u x e m b o u r g - w w w . p t . l u - j o b s @ e p t . l u


bulli Hierscht 2012 l 21

Studeiren zu Braunschweig eng kleng Presentatioun Braunschweig, wou leit dat iwwerhaapt? Direkt un eiser Grenz ass et schonn mol net an als Lëtzebuerger kennt een wahrscheinlech och keen deen do studéiert oder iwwerhaapt do studéiert huet... An effektiv, déi zwee Lëtzebuerger déi ech do kennen geléiert hunn, hunn bei Volkswagen geschafft. Den Setz vum gréissten Automobil Hiersteller der Welt ass nämlech zu Wolfsburg, direkt nieft Braunschweig wat selwer ongeféier 2h Zuch südlech vun Hamburg an 2h westlech vun Berlin leit. D’ Staat un sech ass net esou grouss an ass mat em 250.000 Awunner déi zweet gréisst Staat an Niedersachsen. Et huet awer eng iwwersiichtlech Gréisst an et léisst sech alles mam Vëlo wonnerbar erreechen. Dat éischt wat engem opfält zu Braunschweig ass dass et net déi schéinste Staat ass, déi een jeemools gesinn huet. Et ass e bëssen chaotesch opgebaut vu que dass 90% vum Zentrum an der Krichszäit zerbombt ginn ass an nëmmen en klengen Deel vun der Alstad nach intakt ass. Et huet awer seng schéin Plazen, wéi zum Beispill gemittlech Terrassen direkt un der Oker, den Floss deen d’ Staat komplett emfléisst an wou een Kayak fueren kann. Oder en 12 Mann Flooss mat e puer Cajot'en Béier. Et ginn och verstoppten schéin Hiefer, déi zum Beispill vun Konschtstudenten erhal ginn an Nuets fir alternativ Soiréeën ëmgestallt ginn. Vill Studenten wunnen an Aal Bauten mat héijem Plafong an grouss Reim, déi ginn et der immens vill an mat Präisser vun 6 – 8 Euro den Metercarré, kann een sech schonn eng

grouss Kummer leeschten. Duerfir ginn et grouss Wunnengsgemeinschaften an Weekends ass een meeschtens op enger WG-Party invitéiert. Donneschdes ass, wéi an vill aneren Unisstied, den klasseschen Students Nights-Out. D’ Entréeën sinn iwwerall gratis an Präisser op d’ Gedrénks sinn och erofgesat. Technische Universität Braunschweig 1745 huet den Herzog Carl von BraunschweigLüneburg den Collegium Carolinum gegrënnt an domat den Grondsteen fir déi eelst technesch Uni an Däitschland geluecht. D’ Uni ëmfaasst haut ongeféier 15.000 Studenten an huet déi gréisst Studéier Offeren an Richtung Ingenieuran Naturwessenschaften an Norddäitschland. Zu Braunschweig gëtt et dann nach d’ Hochschule für Bildende Künste wou een zum Beispill Frei Konscht, Industrial Design oder Konscht- an Medienwessenschaften studéieren kann. D’ HBK Studenten stinn am krassen Kontrast zu den Ingenieursstudenten an bréngen e bëssen Faarf an d’ Nuetsliewen eran. Heiansdo féiert dat am fréien Mueren virun der Disco fir intensiv intellektuell Debatten, déi engem vläit eng nei Perspektiv iwwert eis soziaalt geregelt an kapitalistesch Welt verschaaft... vläit awer och net. En groussen Virdeel huet Braunschweig mat VW direkt em den Eck. D’ Uni huet deementspriechend interessant Forschungsméiglechkeeten an der Kraftfahrzeugtechnik: avis aux amateurs d’ automobiles!


L’entreprise Schroeder & Associés fut fondée en 1961. Spécialisée dans le domaine du génie civil, elle soutient des relations avec des ateliers d’architecture et d’urbanisme et travaille en étroite collaboration avec des bureaux d’études en Allemagne, Belgique, France et Suisse. La société Schroeder & Associés compte un effectif de 200 collaborateurs, dont 90 ingénieurs universitaires et techniciens, ainsi que des projeteurs, surveillants et collaborateurs administratifs.

Les activités de l’entreprise s’étendent dans tous les domaines du bâtiment, du génie civil et de l’infrastructure :

Bâtiments : étude de la structure et suivi du chantier (immeubles administratifs, hôpitaux, maisons d’habitation, centres scolaires etc.) Ouvrages d’art : conception, études complètes et suivi de la réalisation (ponts routiers et ferroviaires, passerelles piétonnières, parkings souterrains etc.) Constructions techniques et industrielles : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls de production et bâtiments administratifs, centres commerciaux, hangars, dépôts etc.) Charpente métallique : étude de la structure et suivi de la réalisation (halls sportifs et piscines, halls pour industries légères et sidérurgie etc.) Voirie, réseaux, divers : routes, voies ferrées, aménagements de lotissements, aménagements de zones d’activité et industrielles, aménagements extérieurs Hydrologie urbaine : alimentation en eau potable/réservoirs d’eau, assainissements des eaux usées/stations d’épuration Hydrologie fluviale : conception, études complètes et suivi de la réalisation (aménagement et renaturation de cours d’eau, calcul de lignes d’eau et élaboration de mesures de protection contre les crues etc.) Ingénierie : mobilité : trafic réseau routier et ferroviaire, urbanisme Services : project management, coordination sécurité et santé, topographie, S.I.G., informatique


Braunschweig

En aneren groussen Domaine ass deen vun der Luftund Raumfahrttechnik. Dat ass deen Deel woumat ech mech beschäftegen an am beschten kennen. D’ Instituter setzen säit dësem Joer alleguerten um Campus Forschungsflughafen, direkt um Flughafen vun Braunschweig. Sechs Instituter vun der TU Braunschweig an véier vum DLR sinn hei present an erméiglechen duerch hier Infrastruktur mat Forschungsfliigeren, Wandkanaler, Simulatoren an Préifstänn top Forschungsméiglechkeeten. Fir déi Leit déi sech fir Segelfligeren interesséieren ass et spannend ze wëssen dass d’ AkaFlieg, d’ Studenten Grupp fir Segelfliigerei, den gréissten Segelfliger vun der Welt gebaut huet: den SB10 mat enger Spannwäit vun 29m. Den Virmodell (SB8) ass seguer 1967 vum, virun kuerz verstuerwenen, Neil Amrstrong zu Braunschweig geflunn ginn. Et ginn vill Studéier Méiglechkeeten an et kann een sech eppes aussichen wéi zum Beispill am Flugantriebbereich an Zesummenaarbecht mat der MTU (Motoren- und Turbinen-Union) an der Lufthansa Technik. Et geet vun der Verbesserung vun der Triebwerksakustik op Airline Operatiounen an Maintenance Management, bis op zukënfteg Iwwerwachungssystemer vun Fliigermotoren. An der Flugführung beschäftegt een sech haaptsächlech mat der Identifikatioun vun Sensorfehleren, d’ Modelléierung dovunner an mat der Verbesserung vun der Schnettstell Mënsch-Maschinn, mat Hëllef vum Fuerschungsfliiger DO128-6 oder mat 1:1 Cockpitsimulatoren. Am Fliigerbau

bulli Hierscht 2012 l 23

an Liichtbau geet et em d’ Optimiséierung vun der Konfiguratioun vum Fliger, sief et duerch d’ Benotzung vun metallesch an hybrid Liichtmaterialien oder Faserverbundwierkstoff. An der Stréimungsméchanik ass den Fuerschungschwéierpunkt am Gebiet vun der Aerodynamik vum Fliger oder seguer ganz spezifesch der Aerodynamik an den Turbinnen selwer an dat ganzt mat Hëllef vun grouss Wandkanaler, wou eng ganz Turbin rapasst. Am Beräich Raumfahrt kann een sech intensiv mat onbemannten Flugsystemer oder mat der Bahnmechanik vun Satellitten beschäftegen. Den Institut fir Luft- und Raumfahrtsysteme ass iwweregens weltwäit den Spezialist fir den Weltraummüll (Space Debris) an iwwerwaacht ënnert anerem grouss Objeten déi em eis Äerd fléien. Falls eppes Déckes, an do ass en Projectil vun der gréisst vum Daum mat enger relativ Vitesse vun 10km/s schonn richteg geféierlech, op d’ ISS oder en Satellit duerkënnt, informéieren se z.B d’ NASA, dann kenne se probéieren dem Projectile aus dem Wee ze goen oder wëssen einfach dass et gläich knuppt... D’ Luftfahrt-Bundesamt (LBA) an d’ Bundesstelle für Flugunfalluntersuchung (BFU) hunn och hiren Setz um Forschungsflughafen. LBA ass d’ Behörd déi sech em Regulatiounen fir den zivillen Loftverkéier an Däitschland këmmert, et ass den däitschen equivalent fir d’ Federal Aviation Administration (FAA), d’ amerikanesch Lofttfahrtbehörd.


RÉSIDENCE > LOTUS > INVESTIR DANS LA QUALITÉ

LIVRÉ EN SEPTEMBRE 2011 Situé sur le site d’Esch-Belval Nord, site où urbanisation, modernité, histoire et durabilité s’équilibreront à la perfection, nous avons développé le projet « Lotus » complexe d’habitat à l’architecture respectueuse des concepts liés au développement durable. Tous ces biens sont notamment conformes à la Classe Energétiques « B ».

EN 2012

Nous développons, sur ce même site, une centaine d’autres logements, novateurs dans leur concept et à l’architecture résolument moderne mais tout aussi respectueux de notre Environnement. Ilot 9 : 9 - 10 maisons jumelées Ilot 10 : Immeuble résidentiel Ilot 11 : Réalisation fin 2013 - Immeuble mixte - Appartements et Maisons

SOLUDEC DEVELOPMENT S.à r.l. - B.P. 132 - L-4902 Bascharage - Grand-Duché de Luxembourg Tél: (00352) 26 599-1 - Fax: (00352) 26 599-599 - E-mail: promotion.immobiliere@soludec.com - www.soludec.com


e

bulli Hierscht 2012 l 25

Ech selwer beschäftege mech am Beräich vun der Triebwerks-Maintenance an der Optiméierung vun Iwwerwachungssystemer am Institut für Flugantriebe und Strömungsmaschinen. Als Ofschloss géing ech nach gären soen d’ TU Braunschweig eng zolidd Ausbildung unzebidden huet, virun allem am Beräich Loftfahrt. D’ Staat un sech ass fir den Studium ganz ok an et fiert een och mol gären op Berlin oder Hamburg. Avis aux amateurs! AuteurSamir Maudarbocus Fir wieder Froen: s.maudarbocus@tu-bs.de Fir méi Informatiounen: www.tu-braunschweig.de www.forschungsflughafen.de www.campus-forschungsflughafen.de www.akaflieg-braunschweig.de www.ifas.tu-bs.de


Rees 2012 a Polen Mëttwochs de 24. bis Sondes den 28. Oktober Och dëst Joer bitt d’ANEIL senge Memberen eng international Rees. Et geet a Polen. Net réischt säit der Fussball EM dëst Joer weist Polen sech als eent vun deenen opstriewendste Länner an Europa. Dëst, verbonne mat sengen Traditiounen a senge mëttelalterleche Stadzentren, kombinéiert mat den Iwwerbleibsel aus kommunistescher Zäit mécht Polen zu enger vun deenen interessantesten Destinatiounen am Oste vun Europa. De Programm: Mëttwochs Donneschdes Freides Samschdes Sondes

Arrivée zu Warschau, Check-In, Sightseeing, Iessen, Drénken Empfang op der lëtzebuergescher Embassade, Visite/Sightseeing/ Musée, Apéro, Iessen, Club Zuch op Krakau, Iessen, Visite Auschwitz, zeréck op Krakau, Iessen, Jazzbar, Club Visite/Sightseeeing, Iessen, alles ginn Brunch, Sightseeing, Ofrees

Dat ganzt kasch fir eis Memberen 100 Euro plus d’Ureess déi der selwer musst organiséieren. Doran ënthale sinn dann awer d’Jugendherberg, d’Aktivitéiten an deen een oder anere Patt oder Maufel ze Iessen. Dir gesitt et ass derwäert sech unzemellen! Wéi dat geet an aner Informatioune fannt der an ärer Mail, op Facebook oder soss op Ufro beim Venant (venant.pirrotte@aneil.lu)


bulli Hierscht 2012 l 27

Mun Elämäni Suomessa

Dat wor et also mat menger Auslandserfahrung. Et ass eriwwer a säit geraumer Zäit sëtzen ech erëm heiheem. Ma vu wat schwätzen ech hei iwwerhaapt? Déi meescht konnte villäicht schonns mam Titel net vill ufänken, obwuel et eigentlech relativ einfach ass:“Mäi Liewen a Finnland“. A schonns wiere mer matten an der Geschicht oder, soll ech soen, deene Geschichten, déi ech während mengem Austauschjoer op der Aalto University zu Helsinki a Finnland sou duerch-an heiansdo och sou just iwwerlieft hunn. D’ Fro vum Land: Et wor am Wantersemester 2010/11, wou ech op eemol feststelle misst, datt meng Studienzäit sech hirem Enn zouneigt. Et wor also allerhéchsten Eisebunn do eng ze dréinen, datt dat nach net sou schnell antriede sollt. A wat läit méi no, wéi fir ee Semester an d’ Ausland ze goen? Geduecht, gemeet. A sou souz ech den 22.08. am Fliger vu München a Richtung Helsinki, op enger Rees déi schlussendlech ee ganzt Joer anhuele sollt a mech méi geprägt huet wéi ugeduecht. Firwat Finnland? Majo well dat Land a seng Leit einfach ultragäil sinn. Eng stoesch Rou hunn se, ma wann et heescht eppes ze feieren oder aktiv ze ginn, da gëtt den décken Hummer ausgepaakt. A wou soss op der Welt fënnt een e Land mat ronn 2 Mio. Séien a bal 5 Mio Saunaen bei enger Bevëlkerung vu 5,5 Mio.? Natierlech stellt sech bei de skandinavesche Länner

ëmmer d’ Fro no deene laangen däischteren Deeg an der grousser Keelt am Wanter. Do kann ech just soen, mat Alkohol léisst sech do schonns vill maachen, fir de Rescht huet een d’ Sauna an den Avanto (ee Lach am Äis). Nieft der Sauna hunn d’ Finnen awer nach eng Nationalbeschäftegung: Äishockey. Virun allem wann et géint Schwede (mat deenen d’ Finnen eng Aart Haass-Léift verbënnt) geet, da geet et ëmmer héich hir. Virun enger Jore 6 wor ech schonns eemol do, als Volontaire vum Europäeschen Fräiwëllegendéngscht. Deemools wor et (glécklechen) Zoufall, datt ech do gelant sinn. Seitdem hunn dat Land a seng Leit mech einfach faszinéiert. Do gëtt et esou eppes, dat nennt sech Sisu: dat ass elo keen Zoustand vu iergendengem excitéierten Atom, ma et handelt sech éischter ëm eng Liewensastellung, déi wuel just vun engem Finn kann ageholl ginn. Eng genee Beschreiwung oder guer Iwwersetzung dovunner gëtt et net, do muss ee schonns selwer dohinner. Villäicht bréngt dat hei Beispill et: et gouf eng Kéier een Experiment gemeet, an deem zwou Persounen vu verschiddenen Nationalitéiten sech géigeniwwer souzen an et huet net dierfe geschwat ginn. Dono goufen d’ Probante gefrot, ab wéi enger Zäit se ugefaangen hunn sech onwuel ze villen. Den Duerchschnëtt loung bei enger knapper Minutt. Bei de Finnen woren dat ganzer 5 Minutten.


28 l bulli Hierscht 2012

Finnland

Deen éischte Weekend

erméigleche kann.

Deen huet definitiv en eegent Kapitel verdéngt. Zu München wor ech Tutor fir Austauschstudenten an hunn do ënnert aneren den Eki kennegeléiert, deen och zu Helsinki studéiert (huet). Deen éischte Freiden hu mir eis mat Kollegen vun him getraff fir an der Stad op déi sougenannten „Taiteiden Yö“ (Konschtnuecht) ze goen. Wat ech mer als relaxen Owend tëschent Concert’ en an Ausstellungen virgestallt hunn, ass allerdéngs liicht ausgeaart, sou datt ech den aneren Dag bei engem vun de Kollegen, dem Tuomas, op der anerer Säit vun Helsinki erwächt sinn.

De Campus, wou ech studéiert hunn, heescht Otaniemi. En ass an enger Bucht geleeën an direkt op der anerer Säit gesäit een Helsinki. De Campus gouf vum faméise Finneschen Architekt an Designer Alvar Aalto entworf (no deem och d’ Uni benannt gouf ). An der Mëtt steet d’ Haaptgebai ronderëm dat sech déi verschidden Instituter verdeelen. Am ieweschten Deel fënnt een dann d’ Teekkarikylä, d’ Studentenduerf, dat sech laanscht d’ Waasser erstreckt.

Wien elo denkt, dee nächste logesche Schrëtt wier de Bus zeréck heem ze huelen, deen iert. Als nächst Zil stoung nämlech dem Tuomas säi Mökki zu Porvoo um Programm, enger Staat net wäit vun Helsinki. Ee Mökki ass ee finnescht Vakanzenhaischen ouni Stroum, Internet a fléissend Waasser awer ëmmer mat Sauna an engem Séi virun der Dir (dat mat der Toilette funktionéiert natierlech dann och anescht). Do si mir dunn de Rescht vum Dag hallef plakeg (d’ Finne sinn do manner kriddeleg wéi d’ Amien) ronderëm gehirscht, hu gefëscht, gesaunt a Makkara (de Finnesche Pendant zu eisem Luxringer) gegrillt, ier et de nächsten Dag zeréck op Helsinki goung. D’ Uni Als éischt ass villäicht interessant z’ erwähnen, datt d’ Aalto University eng ganz jonk Uni ass. Si gouf am Januar 2011 duerch den Zesummeschloss vun dräi Unien gegrënnt: der University of Art and Design Helsinki, der Helsinki School of Economics an der Helsinki University of Technology. Mat dësem Schrëtt gouf d’ Visioun vun enger Uni verfollegt, déi net nëmme streng an eng Richtung ausbilde soll, mä de Studenten eng multidisziplinär Approche

Mäin éischt Semester hunn ech allerdéngs nach net do gelieft. D’ Éier fir zu Otaniemi ze wunnen ass mer réischt ab Februar 2012 zudeel ginn. Egal wéi verbréngt een als Ingenieursstudent ee groussen Deel vu senger Zäit zu Otaniemi. Nitt nëmme wéint de Cours’ en ma och wéint deene villen Aktivitéiten, déi hei stattfannen. Et muss ee sech bewosst sinn, datt a Finnland sech quasi alles ëm d’ Sauna dréint. Sou wor et dann och keng Iwwerraschung, datt no all gréisser Party um Campus d’ Afterparty ëmmer iergendeppes mat Sauna ze dinn hat. Wéi vill Saunaen et zu Otaniemi ginn, dat ka wuel kee Mënsch mat Sécherheet soen... Komme mer awer elo mol op d’ Cours’ en dohannen ze schwätzen. Et bleift fest ze halen, datt se och do just mat Waasser kachen, well, sou gutt do wéi och zu München, ass PowerPoint dat Rezept fir interaktivlos Virliesung. Allerdings läit den Ënnerscheed an der Aart a Weis wéi een u Punkten kënnt. Wa sech zu München eng ganz Virliesung op een Dag mat engem Exame konzentréiert, sou heescht et hei och während dem Semester um Ball ze bleiwen. Dëst op där enger Säit well Hausaufgaben oft obligatoresch sinn, op där anerer Säit huet een a ganz ville Cours’ en des weideren Gruppenaarbechten ze maachen, déi


Finnland

zu engem gudden Deel un der Endnout mat afléissen. Et gëtt also méi Wäert op d’ Zesummeschaffen, wéi op d’ Eenzelleeschtung geluecht. Ee Cours, wëll ech dann hei nach ervirhiewen: de Product Development Project (PDP). Dobäi handelt sech ëm eng Veranstaltung, déi de Kader vun enger traditioneller Virliesung sprengt. An enger Grupp vu ronn 10 Studenten kritt ee vun engem Sponsor (Ericsson, Kone, Konecranes, Panasonic...) eng Missioun virginn an der een am Laf vun engem Joer e Produit oder Prototyp entwéckele muss. Dëse gëtt dann um Enn vum Cours op enger feierlecher Gala virgestallt. Déi ganz Betreiung, gouf vu Mataarbechter aus der Aalto Design Factory organiséiert. A mengem Team woren niewent 3 Finnen an 3 Schwedinnen och nach ee Japaner, ee Pakistaner an een Italiener. Eise Sponsor wor d’ Helsinki City Library. An eiser Missioun goung drëm fir ee neien Service an de Bibliothéiken ze schafen bei deem d’ Visiteuren nei, innovativ Produkter (als Beispill: eng nei Form vun interaktive Bicher) ausprobéieren an dës dann bewerte kënnen. Um Enn koume mer op eng Art Showroom eraus mat engem integréierten Bewertungssystem. Dofir wore natierlech eng ganz Rei u Meetingen a Visite néideg. Eng vun eise Visiten huet eis suguer bis op Kopenhagen an d’ Nationalbibliothéik gefouert (notamment hire Neibaudeel, Black Diamond ass genial). Et wor natierlech super interessant ze léieren, wéi sech lues a lues een Team aus Leit forméiert, déi sech virdru nach ni an hirem Liewen iwwert de Wee gelaaf sinn. Dee Projet huet dann och an enger eenzegaarteger „Institutioun“ stattfonnt: der Aalto Design Factory. Dëst kann een als interdisziplinär Plattform verstoen, wou sech Gruppen aus ënnerschiddlechsten Studierichtungen zesummefannen, fir gemeinsam

bulli Hierscht 2012 l 29

un engem Projet oder enger Iddi ze schaffen. Dës Iddi gouf dann och schonns bis op Shanghai (Tongji University) exportéiert an och Swinburne an Australien huet sech drun inspiréiert. Haalari, Teekkari, Vappu, Sitsit... ee neie Vokabulär - d’ Studenteliewen Och wann ech duerch den Erasmus-Programm op Helsinki koum, sou denken ech datt ech awer keng typesch Erasmus-Erfahrung gemeet hunn. Alleng schonns duerch de Fait, datt ech op quasi kenger Erasmus-Veranstaltung wor. Ma et wor och guer net mäin Ziil elo Spuenier, Däitscher oder Fransouse kennen ze léieren. Villméi wor ech u Finnland a sengen Awunner an deenen hire Naupen interesséiert. Eppes steet mol fest: d’ Studenteliewen op der Aalto University ass wéi eng aner Welt am Verglach zu München. T’ kéint ee schonns bal soe, datt München keent huet. Wat als éischt iwwerrascht ass, datt am Géigesatz zu Bayern d’ Uni komplett gratis ass. Et muss ee leedeglech ee Bäitrag un déi sougenannten Studentenunioun bezuelen (op der Aalto Universitéit ass dëst d’ AYY: Aalto Yliopiston Yliopilaskunta). Woubäi déi ronn 97€ pro Joer am Verglach mat de ville Géigeleeschtungen (verbëllegt Tariffer am ëffentlechen Transport, verbëllegt Iessen an der Mensa, Krankeversécherung inklusiv engem Gesondheetszentrum, etc) kee wierkleche Betrag sinn. D’ AYY gëtt vun engem Comité verwalt deen ausschliisslech aus Studente besteet an all zwee Joer nei gewielt gëtt. Natierlech schaffen an der Verwaltung selwer och fest agestallte Leit, wann ee bedenkt, datt si net nëmmen an der Representatioun vun de Studenten géigeniwwer der Uni täteg sinn, ma och Studentewunnengen verlounen a mat ville


30 l bulli Hierscht 2012

politeschen a soziale Partner zesummeschaffen. Op jiddefalls huet sech aus dëser Unioun eng Vielfaltegkeet erausgebild, déi ee sou schnell néirens fënnt. Honnerte vu studenteschen Interesseclippercher (an de Beräicher Film, Spill, Sangen, Musek, Wanderen, Vëlofueren, etc) déi déi verrécktesten Iddien ëmsetzen. Sou kann een zu Otaniemi an engem Keller ee voll ausgerüstene Kinossall lounen, bei deem ee mengt de Bruce Willis ging am Die Hard III niewent engem sëtzen. Dann huet all Studierichtung seng eegen, als Gild bezeechent, Vertriedung. A mengem Fall wor dëst d’ Gild vun de Maschinnebauer, KIK (Koneinsinöörikilta). Niewent deene villen traditionellen Aktivitéiten déi vun dësen organiséiert ginn (Aféierung vun Erstien, Visite bei Firmaen, Saunaowender, Partien etc), hat d’ KIK allerdéngs nach eppes Spezielles: een ale Sowjettrakter. E puer Interesséierter haten sech dësem ugeholl an en am Laf vun de Joren rëm op d’ Kette gesat, sou datt dat Déngen um Enn och ronderëm gefuer ass. All Gild definéiert sech iwwert een Overall, den Haalari. Dësen huet je no Studierichtung eng spezifesch Faarw. Am männlech dominéierte Maschinnebau wor en: rosa. Deen Haalari gëllt et duerch d’ Partizipatioun u méiglechst villen Eventer mat Patchen zou ze bitzen. An dir hutt et schonns richteg erkannt: méi Patchen = méi Erfahrung. Et gi quasi onendlech vill Traditioune, déi bei de sougenannten Teekkarien besonnesch ausgeprägt

sinn. Als Teekkari bezeechent een dobäi ee Student, deen an enger naturwëssenschaftlecher oder technescher Disziplin studéiert. Als eng faméis Traditioun erënneren ech mech do un déi sougenannten Sitsiten. Bei engem Sitsit handelt et sech ëm een Owesiessen, bei deem een an Tenue Correcte erschénge muss a währenddeem eng ganz Partie Lidder gesonge ginn. Ma wie kennt et net, wann ee séngt, da gëtt een duuschtereg a wann een drénkt, da gëtt ee séngeresch. Un de Rescht hunn ech keng Erënnerung méi. Onvergiesslech wäert mer op Éiweg an Ëmmer den éischte Mee bleiwen. Dee gëtt a Finnland als Vappu bezeechent. Dat ass do manner mat Aarbechterdemoen a Gewerkschaftsversammlungen verbonnen ma vill méi als nationale Studentefeierdaag bekannt. Op deem Dag ass Helsinki (an all aner Studentestaad)


bulli Hierscht 2012 l 31

am Ausnaamenzoustand. Voll mat Leit déi déi traditionell wäiss-schwaarze Kapen un hunn, déi ee kritt, wann ee seng Schoul gepackt huet. Deen Dag heescht et an ee Park ze trëppelen an do ze picknicken a Schampes ze drénken. Wann ee bedenkt, datt sech zu Helsinki alleng an engem Park 30.000 Leit zesumme fonnt hunn (deelweis mat mobilen Saunaen), da kritt een eventuell ee Gefill wat dat fir een Opwand ass. Fir den Teekkari fänkt de Vappu iwwregens ëmmer schonns eng Woch am Viraus un. D’ Reesen Wann ee schonns an enger anerer Uni ass, da soll ee natierlech och dovunner profitéieren fir sech dat wat ronderëm läit ukucken ze goen. Niewent der schonns quasi obligatorescher Fähr, déi een op Tallin mat senger wonnerschéiner Aaltstad féiert, ass

do natierlech och Stockholm ee Must. Bei mir koum och nach Kopenhagen dobäi. Ma wat ass Finnland ouni Lappland: am Wanter doudkaal a quasi ouni Sonn, dofir huet een am Summer ganz Legiounen u Moustiquen, déi engem d’ Liewen zu enger Qual maachen, a keng Nuecht. Et huet also gegollt béid Erfahrungen ze sammelen. Sou wore mer am Februar zu enger aacht (véier Finnen a véier Auslänner) dorobber bei eng Frëndin an de Chalet. Daat wor eng Aventure! Een Haus ganz alleng op engem mat Schnéi bedeckten Séi mat am Hannergrond liicht geschwongenen Hiwwelen a natierlech enger Sauna mat direkter Siicht op déi ganz Szenerie. Do huet natierlech och Schnéiscooter fueren a Snowboarden net dierfe feelen. mir hate souguer d’ Chance an duerften eng ganz Rëtsch Nordliichter bewonneren. Spéider gounge mer och nach de Santa Claus (Fin.: Joulupukki) a seng Heemecht Rovaniemi besichen an hunn do och un enger Studenteralley duerch d’ Stad deelgeholl (natierlech an eisem rosa Haalari), wou Studenten aus ganz Finnland dobäi woren. No dëser Wanterexperienz, gung et fir mech nach emol am Juni fir ze Wanderen erop. Do wor et allerdéngs nach esou kal, datt nach keng Moustique sech erausgetraut huet. Wéi ech schonns do uewe wor, hunn ech dann och nach direkt mat engem Interrailticket Tromsø, d’ Lofoten an Oslo a Norwegen matgeholl a sinn iwwer Stockholm zeréck op Helsinki gefuer.


Did you know? ArcelorMittal is supplying steel beams for most of the skyscrapers in the world, including Jumbo beams in high strength Grade 65 steel. We are the only company in the world capable of providing these beams.

This is us www.arcelormittal.com

Photo credits: Sascha Gusov


bulli Hierscht 2012 l 33

Meng läscht gréisser Rees huet mech a Russland gefouert, wou ech mer Moskau a St. Péitersbuerg ukucke goung. Russland, dat muss ee soen, ass eng aner Welt. Wann een a Finnland gewinnt wor bei all klenger Rei een Ticket ze zéien, sou heescht et hei, souguer kuerz virum Schalter, nach domadder ze rechnen datt een anere sech virdréckt. Do heescht et also eenz ze ginn. Ouni Russeschkenntnisser huet ee verluer, et sief dann et fiert ee bei enger all Inc.Rees. Zu mengem Gléck hat ech an engem Cours zu Helsinki den Alex, ee Russ, kennegeléiert, dee mech direkt och a seng Datscha „bei“ St. Péitersbuerg agelueden huet. Dat Wuert „bei“ huet a Finnland jo schonns ee méi ausgedehntene Charakter wéi hei, ma a Russland kritt et eng aner Dimensioun. 2h Zuchfahrt an nach een 3km-Marsch wore néideg ier mer virun der Dier stoungen. Dat nächst Geschäft wor dann och „direkt an der Géigend“, nämlech nëmme 4,5km zu Fouss am iwwernächsten Duerf. Dat Schéinst un der hei Geschicht ass, datt op eemol kee Stress méi do ass. Soe mer et sou: et ass einfach kloer, datt ee keng 20 Saache méi mateneen erleedege kann. Daat wat bleift Wéi ee sécherlech am Laf vum Artikel konnt erausfannen, ass mäin Häerz iergendwou do uewen hänke bliwwen. Finnland ass ee Land, dat mech méi wéi eemol iwwerrascht huet (op béid Manéieren). Et stëmmt, datt ee vill Energie muss investéieren fir ënnert den Eenheemeschen eng gewëssen Unerkennung z’ erreechen (sécherlech méi wéi

a südleche Länner). Ma vum Resultat konnt der iech an den Zeilen uewendriwwer iwwerzeegen: eng liewenslaang undauernd, eenzegaarteg Beräicherung. Hei konnt (a wollt) ech natierlech nëmmen ee Brochdeel vun méngen Erliewnesser zum Beschte ginn, fir de Rescht muss ee scho selwer dohinner. Auteur: Pit Schumann, TU München, Maschinnebau, pschumann@mytum.de


34 l bulli Hierscht 2012

Dei läscht Säit

Ein Ballonfahrer, der sich auf Grund eines Sturmes verflogen hat, macht in geringer Höhe über einer Wiese fest, um einen vorbeikommenden Spaziergänger zu fragen, wo er sichbefindet. Lange Zeit sinniert der Gefragte, um dann zu antworten: “In der Luft!” Der Ballonfahrer schaut zuerst verdutzt, und fragt seinerseitsnach einer ganzen Weile: “Sind Sie Mathematiker?” “Ja, woran haben Sie das erkannt?” “An der Antwort: 1.Haben Sie sehr lange gebraucht 2.Ist die Antwort nicht widerlegbar und 3.kann kein Mensch etwas damit anfangen!” Sitzen 3 Studenten im Hörsaal. Als der Mathematikprofessor den Saal betritt, stehen 5 Studenten auf und verlassen den Raum. Sagt der Professor: “Na super, wenn jetzt noch 2 kommen, ist ja gar keiner mehr da!”


Dei läscht Säit

bulli Hierscht 2012 l 35

Wei versprach ass hei d'Léisung vum Rätsel dat virun puer Meint am Bulli gestallt gouf.


bulli 2012_3  
bulli 2012_3  

aneil bulli 2012_3

Advertisement