Page 1

bulli

Fréijoer 2012

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois


2 l bulli Fréijoer 2012

Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2012  5 Den neie Comité stellt sech vir 6 Visite Baustell Europaschoul Mamer 13 Assemblée générale 16 Visite vum Centre de Tri18 Déi méi lëschteg Säit 23

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Pol Nathan Sophie Hellinghausen Venant Pirrotte Chefredakteren: Pol Dax Layout: Max Schmitz Cover Foto: CRP Henri Tudor © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com Drock: Imprimerie Centrale

De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.


Virwuert

bulli Fréijoer 2012 l 3

Virwuert

Léif Memberen, säit Januar ass eisen neie Comité - deen hei och kuerz virgestallt gëtt - aktiv an huet schonn eng Rei Saachen organiséiert. Ënner anerem blécke mer an dëser éischter Ausgab vum bulli zeréck op eis Visite am Februar vum Centre de Tri vun der Poste awer och nach op déi lescht Visite vum vergaangene Joer, déi vum Chantier vun der Europaschoul II zu Mamer. Och ware mer schonn op 6 Studieninformatiounen an diverse Lycéeë present an hunn de Schüler eise Studium an zukënftege Beruff méi schmackhaft gemaach. Zudeem hu mer eis a verschiddenen Entrevuë mat aneren Associatioune fir eis Interessen agesat. Méi Informatiounen doriwwer an der nächster Ausgab.

Ukënnege kann ech awer schonn eis nächst Visite (moies), eis Table Ronde (nomëttes) souwéi och eise Fräibéier (owes), allen 3 op Karfreideg, dem

6. Abrëll. D‘ Table Ronde ass eent vun deene wichtegsten Evenementer an eisem Kalenner an eent wat sech kee soll entgoe loossen. Dir kënnt hei a relaxer Atmosphär - bei engem Apero inkl. deem engen oder aneren Humpen - Kontakt mat enger Auswahl u Firmen ophuelen an iech iwwer Stage- an Aarbechtsplazen informéieren, dat ganzt an eisem neie Sëtz, dem Forum DaVinci.

Ech hoffen dir freet iech wéi mir op dëst neit Joer an deem mer nach mat där enger oder anerer Iwwerraschung wäerten opwaarden.

Max


Votre futur au sein d’un groupe d’avenir. Propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg, Creos Luxembourg S.A est forte aujourd’hui de plus de 700 hommes et femmes. Sans cesse en quête de nouvelles compétences, nous offrons des opportunités de carrière intéressantes à des ingénieurs, ingénieurs-techniciens et industriels ou bachelors professionnels en électrotechnique, mécanique ou génie civil.

Energy in motion

En tant qu’étudiant(e), vous avez la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser votre travail de fin d’études dans l’un de nos services. Envie de nous rejoindre?

creos.net


bulli Fréijoer 2012 l 5

Comité 2012

Comité 2012 Max Schmitz

Luc Frantzen

Zürich Maschinenbau

Oochen Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 59 55 281

+352 691 567 019 +49 176 22 99 72 90

max.schmitz@aneil.lu

luc.frantzen@aneil.lu

Sophie Hellinghausen

Samir Maudarbocus

Oochen Bauingenieur

Braunschweig Luft- und Raumfahrttechnik

+352 621 389 027 +49 178 88 53 448

+352 691 720 337 +49 176 80 29 23 27

sophie.hellinghausen@aneil.lu

samir.maudarbocus@aneil.lu

Yves Roth

Venant Pirrotte

Karlsruhe Maschinenbau

Kaiserslautern Maschinnebau mat BWL

+352 691 915 070 +49 151 29 11 08 94

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

yves.roth@aneil.lu

venant.pirrotte@aneil.lu

Pol Dax

Jules Petit

Oochen Maschinnebau

Zürich Maschinnebau

+352 661 672 650 +49 162 14 95 563

+352 661 474 328 +41 76 54 03 833

pol.dax@aneil.lu

jules.petit@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Studieninfo

Responsable Publications

Yves Duhr Webmaster Oochen Informatik +352 621 483 134 +49 178 89 29 370 yves.duhr@aneil.lu

Vice-Président

Trésorier

Responsable Visites a Rees

Responsable Partenaires


6 l bulli Fréijoer 2012

Den neie Comité stellt sech vir

Den neie Comité stellt sech vir

Max Schmitz Gebuertsdatum 24.08.1988 Uertschaft Lëtzebuerg Charge Président Uni-Stad Zürech

Studium Maschinnebau Verdeiwung erneierbar Energien Studienufank 2007 Studienenn 2013

Wisou ANEIL? Et ass wichteg de Schüler Informatiounen aus éischter Hand iwwer de Studium kënnen ze ginn, geneesou wéi d’ Studenten der Aarbechtswelt méi no ze bréngen. Dëse Prozess ze probéieren ze verbessere mécht mer ëmmer nach grousse Spaass.

Like

Don’t Like

Film Pulp Fiction, 300, The Dark Knight, The Godfather

Musek alles wat de Jules lauschtert

Buch American Psycho, Watchmen

Veräin nö

Musek Bob Dylan, Rolling Stones, The Doors, Lou Reed

Serien schlecht Serie kucken ech net

Iessen Italienesch, Chinesesch, Spuenesch a villes méi

Beier Turbinenbräu am Stuz

Veräin Swimming Luxembourg, ANEIL, LSZ

Vakanz eng schlecht Vakanz ass nach ëmmer besser wéi guer

Serien Californication, The Big Bang Theory, Breaking Bad, Dexter

keng

Sport selwer: Schwammen, Schi fueren. kucken: alles Beier Battin, Rheintaler Maisbier, Simon Pils Vakanz Canada, Ios, New York, Californien, Piemont

Luc Frantzen Gebuertsdatum 14.01.1986 Uertschaft Beetebuerg Charge Vice-Président Uni-Stad Oochen

Studium Bauingenieur Verdeiwung konstruktiven Ingenieurbau Studienufank 2005 Studienenn 2012

Wisou ANEIL? Well ech et wichteg fannen den Schüler den Studium vum Ingénieur méi no ze bréngen an iwwert déi verschidden Beruffsfelder ze informéieren vir dem Mangel un Ingénieuren kennen entgéint ze wierken. An natierlech och vir mat aneren Studenten an Kontakt ze kommen an kennen zesummen op flott Visiten ze goen. Like

Don’t Like

Film Departed, Lord of War, Body of Lies, Black Swan, The Dark

Film Mission Impossible 4, The Ides of March

Knight, A Dangerous Method

Musek HipHop

Musek Metallica, Audioslave, Mando Diao, Pink Floyd, Clapton

Iessen Fësch an alles wat soss nach sou am Wasser liewt…

Iessen Hamburger, Carpaccio, Pizza

Serien All die irgenteen „Sucht den Superstar“-Sendungen

Veräin Scouten, ANEIL, AVL

Sport Fussball

Serien Two and a half Men, How I met your Mother, Scrubs, Big

Beier König Pilsener, Bitburger

Bang Theory, The Simpsons

Vakanz Barcelona

Sport Beachvolley Beier Diekirch, Corona Vakanz New York, London, Lissabon


bulli Fréijoer 2012 l 7

Den neie Comité stellt sech vir

Sophie Hellinghausen Gebuertsdatum 01.07.1988 Uertschaft Bäreldeng Charge Sekretärin Uni-Stad Oochen

Studium Bauingenieur Verdeiwung Konstruktiven Ingenieurbau Studienufank 2009 Studienenn 2014

Wisou ANEIL? Ech fannen et wichteg, den Schüler den Ingenieursberuff méi no ze bréngen an den Studenten d’ Méiglechkeet ze bidden hier éischt Kontakter mat der Industrie ze kréien. Ech sinn frou kennen dozou bäizedroen, dass d’ Ingenieursstudenten d’ Geleeënheet kréien sech op eisen Visiten an der Table Ronde ënnereneen an mat den Firmen auszetauschen. Like

Don’t Like

Film Requiem for a Dream, American Beauty

Film Dirty dancing

Buch La nuit des temps (Barjavel)

Buch Effi Briest (Fontane)

Musek Rock, Pop, House, Electro

Musek Heavy Metal

Iessen Viirun allem Thailännesch, Indesch

Serien Gossip Girl

Veräin AVL, ANEIL

Beier Mousel

Serien Friends, Sex and the City, Two and a half Men

Vakanz Belsch Plage

Sport Badminton, Tennis Beier Kriek Vakanz Asien

Samir Maudarbocus Gebuertsdatum 20.09.1986 Uertschaft Bartreng Charge Trésorier Uni-Stad Braunschweig

Studium Maschinnebau Verdeiwung Luft- und Raumfahrttechnik Studienufank 2007 Studienenn 2014

Wisou ANEIL? Well ech op der enger Hand den Schüler den breeden Spektrum vum Ingenieursstudium nobréngen wëll an op der Aanerer den Studenten Stage- an Berufsperspektiven duerch den Kontakt mat den Ingénieursfirmen an Lëtzebuerg erméiglechen wëll. Duerch d’ ANEIL ass et eis nämlech méiglech schonn als Student een zolidd Ingenieursnetzwierk opzebauen! Like

Don’t Like

Film Guy Ritchie, Tarantino, Sam Mendes, Spielberg, George Lucas

Film Splatter & Gore, Bollywood

Buch Tolkien, Becket, Camus, Larsson, Mankell, Doyle, George

Buch Vierliesungsskript an der Klausurphase

Martin...

Musek Country an Gabber

Musek Counting Crows, Daft Punk, Dub Pistols, The Glitch Mob,

Iessen Sardinnen, Kapern

Pink Floyd

Serien Vampiren asw

Iessen Indesch, Asiatesch, Italienesch, Burger

Beier Öttinger

Veräin Theatergruppe TU Braunschweig Serien Dexter, Breaking Bad, Cowboy Bebop Beier Diekirch, Guinness, Rothaus Vakanz Haaptsach eppes neies entdecken


Sauvegarder l’existant. Préserver l’avenir.

a+p kieffer omnitec assure la construction et la maintenance d’équipements techniques et énergétiques pour les bâtiments du secteur tertiaire et de l’industrie. Son savoir-faire s’étend à l’ensemble des métiers du bâtiment. Le bien-être et la sécurité des publics fait l’objet de toute l’attention de notre entreprise. C’est pourquoi a+p kieffer omnitec propose des solutions respectueuses de l’environnement avec notamment une exploitation énergétique optimale des installations.

Cogénération et chauffage urbain • Traitement des eaux • Réfrigération • Vapeur • Détection et extinction d’incendie • Sanitaire Chauffage • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Automatisation, régulation et surveillance

7-9 rue Guillaume Kroll - Cloche d’Or • L-1882 Luxembourg • Tél. : 47 48 48-1 • www.apko.lu


bulli Fréijoer 2012 l 9

Den neie Comité stellt sech vir

Yves Roth Gebuertsdatum 04.02.1987 Uertschaft Rolleng Charge Resp. Studieninfo Uni-Stad Karlsruhe

Studium Maschinnebau Verdeiwung Produktentwicklung & Konstruktioun Studienufank 2006 Studienenn 2014

Wisou ANEIL? Well ech et wichteg fannen dass Schüler a Studente iwwer den Ingenieur‘s Job informéiert an dovunner begeeschtert ginn. Like a Boss.

Like

Don’t Like

Film Hangover

Film Shame

Buch Halo

Buch Mathebicher

Musek Dance Trance House

Musek Pop

Iessen Sushi, Wok

Serien Housewives Dingsdas

Veräin AELK, ACEL

Sport Sport ist Mord

Serien Mentalist, NCIS, BigBangTheory

Beier Mousel

Sport Motorsport

Vakanz Schrebergartenferien

Vakanz Orient

Venant Pirrotte Gebuertsdatum 19.04.1988 Uertschaft Krautem Charge Resp. Visite a Rees Uni-Stad Kaiserslautern

Studium Maschinnebau mat BWL Verdeiwung Virtual Product Engineering, Product Lifecyle Management, ERP a CRM Studienufank/-enn 2007/2014

Wisou ANEIL? Well et menger Meenung no déi bescht Méiglechkeet ass, mat mengem Wëssen a menger Zäit Schüler a Studenten ze hëllefen an den Ingenieursberuff ze representéieren an ze promovéieren.

Like

Don’t Like

Film American Psycho, Godfather, Mechanist, The Artist, ...

Film Horrorfilmer a schlecht Produktiounen

Buch L‘ étranger, vill vum Bret Easton Ellis

Musek Volksmusik, onmusikalesches an ze kommerzielle Pop

Musek Quasi alles (Fokus: Electro, Dubstep, Rock, Jazz, ...)

Iessen Innereien a Lactose (verdammten Intoleranz...)

Iessen Steakhouse, Italienesch, Asiatesch...ech sinn e Gourmet

Serien Sex and the City

Veräin Comité vun Aktienfieber; LSK, AIESEC an STHesperange

Sport Ech si generell eng Päif am Ballsport

Serien Sopranos, Breaking Bad, Californication, HIMYM, Dexter,

Beier ...ausser Musel an anert Gesabbels

a vill méi...

Vakanz Ech muss lo net onbedéngt op de Mt Everest.

Sport Motorsport, Joggen, Kraafttraining, Schéissen, Golf Beier Quasi alles... Vakanz Bal alles (City, Beach, Party, Kultur, Luxus etc...)


10 l bulli Fréijoer 2012

Den neie Comité stellt sech vir

Pol Dax Gebuertsdatum 13.03.1986 Uertschaft Brouch Charge Resp. Publication Uni-Stad Oochen

Studium Maschinnebau Verdeiwung Fertigungstechnik Studienufank 2005 Studienenn 2013

Wisou ANEIL? Ech fannen et wichteg dass d‘ Schüler richteg doriwwer informéiert ginn, wat en Ingenieur ass an wat en mécht, an wei an wou een dat kann studéieren. Ausserdem mécht et mir Spaass gläichgesënnte Leit ze treffen an mat hinnen zesummenzeschaffen.

Like

Don’t Like

Film The Simpsons : The Movie, Snatch

Film Klicheebehaftet Hollywood-Schnulzen

Buch Brave New World, Der Schwarm

Buch Enduring Love

Musek Heavy Metal an Hard Rock

Musek Musek vun deenen Möchtegern Superstars

Iessen Am leiwsten kachen ech selwer, vir den Recht sou zimlech

Iessen D‘ Iessen an der Mensa

alles

Serien Casting Shows, Dexter

Veräin AVL, Oochener Männerchouer

Sport Reiden, Äiskonschtlaaf

Serien Black Books, Better off Ted

Beier Mousel, Bofferdeng

Sport Velofueren, Klammen/Boulderen Beier Diekirch, Aventinius

Jules Petit Gebuertsdatum 28.11.1987 Uertschaft Lëtzebuerg Charge Resp. Partenariat Uni-Stad Zürech

Studium Maschinnebau Verdeiwung Energie an erneierbar Energien Studienufank 2007 Studienenn 2012

Wisou ANEIL? Ech well den futur Studenten déi interessant Beruffswelt vum Ingenieur méi no bréngen. En plus schéngt et mir wichteg den futur Ingenieuren eng Austauschplattform mat der Industrie ze bidden.

Like

Don’t Like

Film Lars and the real girl

Buch The Curious Incident of the Dog in the Night-Time

Buch Andorra

Musek Nach emmer den Justin

Musek RJD2

Iessen neischt

Iessen alles

Veräin Jickeveräiner

Veräin ANEIL , Les Aigles, LSZ

Beier Guinness

Serien Esoulaang et keng Aufgabenserie ass…

Vakanz Pauschalturismus

Sport Laafen, Schwammen, Kitesurf Beier Muss et emmer Beier sinn?! Vakanz Mat Kollegen chillen


bulli Fréijoer 2012 l 11

Den neie Comité stellt sech vir

Yves Duhr Gebuertsdatum 07.08.1986 Uertschaft Mäerzeg Charge Webmaster Uni-Stad Stuttgart

Studium Informatik (Doktorat) Verdeiwung Automotive Software Studienufank 2005 Studienenn 2014

Wisou ANEIL? Fraequote bréngen nëmmen eppes wann och genuch Fraen do sinn. Et ass also immens wichteg d’ Schülerinne fir den Ingenieursberuf ze begeeschteren. Ausserdeem mécht et no all deene Joer nach ëmmer nach Spaass an et mierkt een dat een nach ëmmer Saache besser maache kann.

Like

Don’t Like

Film Godfather, The good, the bad and the ugly

Film Benjamin Button, Avatar

Buch Biographien

Buch Keng Zäit ze hun fir ze liesen

Musek Alles \ {Don‘t Like}

Musek Death-Metal, Hardcore Techno, Rave

Iessen Nudelen, Thai, Fleesch

Iessen Uebstzalot

Veräin Alemannia Aachen, F.C. Barcelona, VfB Stuttgart (just fir un

Beier Mousel

Kaarten geint gut Veräiner ze kommen), ATK Suebia, ANEIL, AVL Serien How I met your Mother, Big Bang Theory, 30 Rock, The Office Beier Diekirch, Simon Vakanz Ronderem d‘Welt


BÂTIR ENSEMBLE L’AVENIR EN CONFIANCE —

En phase avec les évolutions du métier (nouvelles exigences environnementales et énergétiques, nouvelle technologies, nouvelles normes de qualité), CDC se donne des ailes et devient CDCL. Un nouvel élan qui confirme son leadership dans le secteur de la construction dans la Grande Région.


Visite an der Europaschoul zu Mamer

bulli Fréijoer 2012 l 13

Visite an der Europaschoul zu Mamer

Déi lescht Visite am Joer 2011 vun der ANEIL huet de 27. Dezember um Chantier vun der neier Europaschoul zu Mamer stattfonnt. Hei goufe mir vum Architekt, dem Herr Michel Petit, a sengem Mataarbechter dem Herr Boehler begréisst déi eis déi néideg Detailer iwwert de Projet ginn hunn, souwéi eis sécher iwwert de Chantier gefouert hunn. Fir en Iwwerbléck iwwert dee risege Chantier zu Mamer ze kréien huet den Herr Petit eis fir d’ éischt emol d‘ Funktioun souwéi den Historique vum Projet erkläert. Haaptgrond fir d’ Konstruktioun vun enger neier Europaschoul ass fir ze evitéieren datt sech um ale Site um Kierchbierg eng etwa 6000 Schüler regroupéieren an domat fir infrastrukturell Problemer suergen. Bei der neier Europaschoul zu Mamer handelt et sech net nëmmen ëm de Bau vun engem neie Gebai mee ëm d’ Konstruktioun vun engem neie Campus deen sech aus insgesamt 6 Gebailechkeeten zesummesetzt a spéiderhin ongeféier 3.000 Schüler platz ka bidden. Matt enger Baufläch vu 86.670 m2 an engem

Investitiounsvolume vu ronn 237.000.000 EUR gehéiert de Projet zu Mamer zu engem vun deene gréisste Bauprojeten déi zur Zäit zu Lëtzebuerg realiséiert ginn. Zu de Gebailechkeete vun der neier Europaschoul gehéiert ënnert anerem eng Garderie an eng Crèche, eng Spillschoul, eng Primaireschoul, ee Lycée, eng Sportshal, souwéi een synergesch genotztent Gebai dat Funktioune vun enger Kantinne, Festsall an der Administratioun iwwerhëlt. Fir de gesamte Campus esou energieeffizient wei nëmme méiglech kennen ze bedreiwe gouf sech un dem sougenannte Basler Konzept bedéngt. Ziel vun dësem ass niewent der Reduzéierung vun dem engergeteschen Opwand, dem Notzer vum Gebai spéiderhin eng optimal Behaglechkeet kennen ze bidden. Zu de Moosnamen vun dësem Konzept gehéieren ënnert anerem eng optimal gedämmte Facade, eng natierlech Belëftung, d‘ Konstruktioun vu vill Speichermass souwéi déi optimal Ausnotzung vum natierleche Liicht. Een anert wichtegt Element vum Basler Konzept ass déi ganz Energieversuergung. An dësem Kontext krute mir d‘ Geleeënheet den zentralen Heizungsraum vum neie Campus ze besiichtegen. Hei konnte mir een bivalent Heizungssystem bewonneren woubäi d‘ Wärmeversuergung duerch eng Gas- an Holzpelletheizung sechergestallt gëtt. Besonneg ze erwähnen ass hei bei datt ongeféier 75 % vum gesamten Heizwärmebedarf vum Campus duerch d’ Verbrennung vun Holzpellets also enger regenerativer Energiequell erfollegt. Impressionant war et och ze gesinn wat fir en Opwand bedriwwe muss ginn fir dëst Heizungssystem um lafen ze halen. Sou muss beispillsweis en speziellt Tëschelager fir d‘ Holzpellets mat engem Reservoir fir 2 Wochen an engem Versuergungsband gebaut ginn. Niewent dem innovativen Energiekonzept bleift och nach dat speziellt Architekturkonzept ze ernimmen dat zu Mamer realiséiert ginn ass. Bei


14 l bulli Fréijoer 2012

der Implantatioun hunn d’ Architekten nämlech probéiert déi nei Gebailechkeete vun der Europaschoul esou gutt ewéi méiglech un de Site (deen an engem Hang leit) unzepassen an net als Friemkierper an der Landschaft wierken ze loossen. En weidert wichtegt Element vum Projet zu Mamer spillt de Siichtbeton an déi héich Ufuerderungen déi un dëse gestallt gi sinn. Hei wousst den Herr

Visite an der Europaschoul zu Mamer

Petit eng oder déi aner Anekdot ze erzielen déi him während der Exekutioun vum Réibau ze schafe gemaach hunn. Een Thema wat an dësem Bezuch méi genau erkläert ginn ass, ass déi héich Unzuel un Intervenanten déi fir vill Schnettstellenprobleemer an der Hirstellung vum Sichtbeton gesuergt huet. Sou huet missten déi gesamt « Supply Chain » vum Zement Hiersteller iwwert de Schalungs Hiersteller bis hin zur ausfeiernder Entreprise coordinéiert ginn fir datt d’ Endprodukt den Ufuerderunge vum Architekt gerecht gëtt. Deen een oder aneren ungehenden Maschinenbauer an Elektrotechniker wou bei dëser Visite dobäi war hunn dës Problemer vun der Unikatsproduktioun am Bausektor an d’ staune versat an huet fir interessant Diskussiounsmaterial op der uschléissender AG vun der ANEIL gesuergt. Dem Herr Petit an dem Herr Boehler soe mir jiddwerfalls villmools Merci datt si sech Zäit geholl hunn fir eis an hirer Fräizäit den Chantier vun der neier Europaschoul ze weisen an hier Erfahrunge mat eis ze deelen. Auteur : Pol Nathan


Et vous,

qu’avez-vous fait ces 5 dernières années ? [Construire son avenir]

Construisez votre avenir dans l’univers passionnant des médias avec Broadcasting Center Europe (BCE). BCE est un acteur incontournable du paysage européen dans les secteurs de la télévision, radio, télécom et informatique. Nous vous proposons une multitude de postes dans des branches toutes plus passionnantes les unes que les autres, telles que l’ingénierie et le conseil dans l’installation d’infrastructure télévisé, la production et la postproduction de films et publicités, la numérisation de contenus audiovisuels, la diffusion de TV et radio, le streaming audio et vidéo, la configuration de réseaux, etc. Vivez une expérience riche avec de nombreuses possibilités de carrière dans un secteur en constante évolution.

Bienvenue chez BCE.

45 BD Pierre Frieden L-1543 Luxembourg Tel: (+352) 24 80 6605 Fax: (+352) 24 80 6609 E-mail: contact@bce.lu

www.bce.lu


16 l bulli Fréijoer 2012

Assemblée générale

Assemblée générale

De 27. Dezember 2011 wor et erëm sou weit: d´ANEIL huet sech an der Staat getraff vir hier alljährlech Assemblée General ofzehalen. Rendezvous war dëst Joer am Forum da Vinci, deem neien Domizil vun der ALIAI, OAI, ALI an Tema.lu. An dësem flotte Kader huet de Max Schmitz mam mot du President d´AG offiziell eröffnet. Nodeems d´Leit begréisst goufen, huet de Pol Dax d´Aktivitéiten vum Joer 2011 revue passéiert. Nieft interessanten Visiten (SIDOR, CFL Cargo, Brasserie Nationale Bofferding, Kläranlag zu Miersch, Goodyear, Chantier Europaschoul) huet d´ANEIL och dëst Joer de Schüler an Studenten den Ingenieursberuff op den Schülerinfoen, der Foire de l`Etudiant an der Table Ronde méi no bruecht. D´ANEIL huet och erëm eng Rees organiséiert, an zwar goung et am September puer Deeg an d´Schwäiz. Ofgeschloss gouf d´AG mam finanzielle Rapport vum Jean-Luc Rippinger. Nodeems d´Keesenréviseuren him hiren Accord ausgeschwat hunn, ass dem ganzen Comité décharge ginn. D´ Memberen déi sech wollte fir den neien Comité opstellen haten elo d´Geleeënheet sech virzestellen. Insgesamt 6 Leit aus dem alen Comité iwwerhuelen eng weider „Amtszäit“. Dorënner ass

de Max Schmitz, Luc Frantzen, Yves Roth, Yves Duhr, Jules Petit an Pol Dax. Nei dobäi sinn den Samir Maudarbocus, den Venant Pirrotte an d´Sophie Hellinghausen. Net méi dobäi sinn de Jean-Luc Rippinger, den Pit Schmit souwéi den Pit Demuth. Hinnen nach eng Kéier en decke Merci vir hiert Engagement an Arabescht déi si am Joer 2011 vir d´ANEIL geleescht hunn. Den neien Comité konnt ouni Vote vun de Memberen approuvéiert ginn an d´Chargen sinn wei follegt festgeluecht ginn: Max Schmitz: President; Luc Frantzen: Vice-President; Sophie Hellinghausen: Sekretärin; Samir Maudarbocus: Tresorier; Venant Pirrotte: Responsable Visites a Rees; Yves Roth: Responsable Studieninfo; Jules Petit: Responsable Partenaires & Table Ronde; Pol Dax: Responsable Publications; Yves Duhr: Gestion des fichiers & Site Internet. Zum Schluss goufen nach 2 Keesenréviseuren designéiert: den Pit Demuth an Danièle Mousel. No dësem offiziellen Deel, gouf den Memberen en Patt offréiert. Sou konnten si sech an enger flotter Ambiance ënnereneen austauschen an dësen Owend gemittlech auskléngen loossen. Vill al Frënn goufen erëm gesinn an nei Bekanntschafte konnte geschloss ginn. Donieft goufe Memberskaarten vir d Joer 2012 verkaf. Autorin : Hellinghausen Sophie


Table Ronde 2012 Freides de 6. Abrëll um 14h30 Auer am Forum DaVinci Déi alljähreg Table Ronde bidd all iech Memberen d’Geleeënheet fir ausgewielte lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. Nodeem all Firma sech kuerz virgestallt huet besteet dono beim Apéritif d’Méiglechkeet a relaxer Athmosphère mat de Firmevertrieder an d’Gespréich ze kommen a sech z.Bsp. iwwer Stage- an Aarbechtsplazen z’informéieren. Dës Geleenheet sollt der iech net entgoe loossen. De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus: 14h30 Rendez-vous 14h50 Presentatiounen 16h00 Receptioun Mellt iech w.e.g. beim Jules (jules.petit@aneil.lu) oder iwwer eise Facebook Event un.


18 l bulli Fréijoer 2012

Visite am Centre de Tri vun der Poste zu Beetebuerg

Visite am Centre de Tri zu Beetebuerg Et wor Freides den 10 Februar wei d‘ ANEIL hier éischt Visite fir 2012 hat. Et wor déi éischt Visite déi ech (de Venant) organiséiert hunn, ech hat de Poste vum Demuths Pit iwwerholl, deen seng Saach ëmmer gutt gemaach huet. Meng Iddi war fir mat eise Memberen den Tri vun der Post zu Beetebuerg kucken ze goen. Sou hu mer eis dann um 17 Auer an der ZA Krakelshaff getraff, wou eis den Här Schmol emfaangen huet. D’ Visite war ëm déi Auerzäit, well dann de Site vun der Post sou richteg zum Liewen erwächt. Als éischt krute mer e Video iwwert de Bau an de Montage vum Tri gewisen. Modern an top-notch Maschinnen am Wäert vun 20 Milliounen Euro stinn hei an engem Gebai vun 10 Milliounen Euro. Déi Maschinnen, déi et erméiglechen, an enger Nuecht de gesamte Courrier vu Lëtzebuerg ze zortéieren, si gréisstendeels vun der Firma Siemens. D‘ modular Bauweis suergt hei dofir, dass nieft dem logistesche Problem (iergendwéi muss dat ganzt jo an d’ Hal passen) och d’ Ufuerderunge vun der lëtzebuergescher Post beschtens versuergt ginn. Sou ass déi Anlag wei se do steet op der

Welt eenzegaarteg an erméiglecht et der Post, hier Aarbecht op engem héijen Niveau a punkto Pénktlechkeet a Genauegkeet ze erleedegen. De Mond gutt wässereg gemaach goufe mer dunn an d’ Hal gefouert. Alleng vum optesche waren déi grouss Maschinne beandrockend, déi richteg Show koum dunn awer nach wéi den Här Schmol eis mat vill Gedold a Begeeschterung all déi eenzel Schrëtter gewisen an erkläert huet. D‘ Geschwindegkeet vum Lieskapp fir d’ Adressen, d’ Apparatur fir d‘ Repositionéierung vun de Bréiwer oder d’ Präzisioun vum Héichgeschwindegkeetsdrucker fir de Code Bar (déi orange Strécher op äre Bréiwer) si nëmmen e puer Beispiller, wou d’ Siemens Anlag hier Muskele spille léisst an eis och sichtlech beandrockt huet. Well net jidderee propper a lieserlech schreift (sidd frou dass der dee Rapport hei net handschrëftlech vu mir kritt), gëtt et och nach ëmmer Mataarbechter, déi d’ Adresse manuell aginn. Déi Prozedur, déi mat enger erstaunlecher Vitesse vun de Leit vun der Post ausgeféiert gëtt, fügt sech dono an de gesamt Prozess an, sou dass déi Bréiwer och mat engem Code Bar versi ginn an


Soirée Ingenieur 2012 Freides de 6. Abrëll um 21 Auer am Scott’s Pub Wéi all Joer gëtt de Karfreideg, no enger ustrengender Visite moies an der Table Ronde mëttes, owes ofgeronnd mat engem Fräibéier fir all eis Memberen. Dëst Joer fënnt dat ganzt erëm am Scott’s Pub am Gronn statt. Lass geet et um 21 Auer an et dauert bis de Scotts eis um 1 Auer virun d’Dier geheit. Sidd also zur Zäit do.


20 l bulli Fréijoer 2012

dann de Rescht vun hirer Rees mam Rescht Courrier untrieden. Déi Rees ass beandrockend, wann ee bedenkt wéi vill Wee sou e Bréif zeréck leet. Do kënnt natierlech de nationale Courrier. De Centre de Tri zu Beetebuerg ass deen eenzegen zu Lëtzebuerg, sou dass all Bréif, deen zu Lëtzebuerg an enger Bréifkëscht ukënnt, Statioun iwwert Beetebuerg gemaach huet. Op d’ Fro, firwat de Centre de Tri dann net méi zentral am Land gebaut gouf, krute mer erkläert, dass de Centre zimlech genau zentral läit, an zwar aus enger postaler Siicht. Den Opkommes vu Courrier ass nämlech am Süde verständlecherweis méi héich, wei am Norden. D’ Post fänkt all Dag um 17 Auer un ze zortéieren an ass Moies géint 5 fäerdeg. Fir dass d’ Bréiwer awer innerhalb vun engem Dag ukommen, wat béi engem ganz groussen Deel vun der Post de Fall ass, ginn z.B d’ Bréiwer fir de Norde prioritär geuerdnet, sou dass de Camion schonn éischter rop an d’ Éislek fuere kann. D’ zortéiere beschränkt sech net nëmmen op Uertschaft oder Strooss, all Bréifdréier ka seng eege Route festleeën, also vun Haus zu Haus genau wei ee Wee e goe well oder kann, de System suergt dofir, dass seng Bréiwer am richtegen Uerder kommen. D’ international Post dierf natierlech och net ze

Visite am Centre de Tri vun der Poste zu Beetebuerg

kuerz kommen. Interessant ass do, wéi d’ Post dat logistesch geléist huet. D’ Post fir an Däitschland z.B geet automatesch op Frankfurt wou se weider verdeelt gëtt, genau wei d’ Air Priority Post op de Flughafen zu Frankfurt (FRA) kommen. E weidert Beispill, ass eng Camionsroute déi all Dag vun Holland aus an Italien fiert, an rëm zeréck. Do tëschent bleift deen zu Lëtzebuerg stoen, luet Post aus an hellt neie Courrier mat. E grousse Client, mat deem d’ lëtzebuergesch Post zesumme schafft, ass Amazon. Hier Päck gi scho mat Code Bar ageliwwert a musse schnellstens verschafft ginn, well Amazon en héije Standard erwaart, deen eis Post awer liwwere kann. No dësem Abléck bei der Post wäerte mer vläit en anere Bléck fir déi beandrockend Aarbecht hunn, och wa mer eis net ëmmer freeë wa mol eng Kéier nëmme Rechnungen ukommen. Op alle Fall well ech och op dësem Wee nach eng Kéier dem Här Schmol Merci soe fir des flott Visite a fir seng Begeeschterung. Ausserdeem soen ech de Membere Merci, déi deen Owend mat eis verbruecht hunn an ech hoffen, dass och déi nächst Visite sou flott ginn. Auteur : Venant Pirrotte


Visite bei ArcelorMittal Freides den 9. Juni um 15 Auer um Site Belval Mat enger jäerlecher Produktiounskapazitéit vun 100 Milliounen Tonnen an 260’000 Mataarbechter a 60 Länner ass ArcelorMittal dee Weltgréisste Stolproduzent. Eis Visite féiert eis den 9. Juni an hiert Wierk zu Belval. D’Wierk beherbergt ënner anerem een elektresche Liichtbouuewen an eng Coulée Continue. Den TMB (Train Moyen Belval) produzéiert zudeem liicht a mëttelgrouss Träger an den Train 2 ass op Palplanche spezialiséiert. D’Kapazitéit vum Wierk ass 1 Millioun Tonnen am Joer, déi vum TMB 800’000 Tonnen an déi vum Train 2 600’000 Tonnen. Op eiser Visite wäerte mir, begleet vun enger Ekippe Ingenieure vun ArcelorMittal, dat ganzt Wierk besichtegen an och individuell Froe beäntwert kréien. Als Ofschloss invitéiert ArcelorMittal nach an den Urban am Belval Plaza wou mer bei engem gudde Patt kënne mat hire Mataarbechter an d’Gespréich kommen. De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus: 14h50 Rendez-vous virum Direktiounsgebai 15h00 Begréissung an uschléissend Visite vum komplette Site 18h00 Networking Event mat Patt am Urban (Belval Plaza)


Déi méi lëschteg Säit

bulli Fréijoer 2012 l 23

Déi méi lëschteg Säit -How many first year engineering students does it take to change a light bulb? None. That‘s a second year subject. -How many second year engineering students does it take to change a light bulb? One, but the rest of the class copies the report. -How many third year engineering students does it take to change a light bulb? „Will this question be in the final examination?“ -How many civil engineers does it take to change a light bulb? Two. One to do it and one to steady the chandelier. -How many electrical engineers does it take to change a light bulb? None. They simply redefine darkness as the industry standard. -How many computer engineers does it take to change a light bulb? „Why bother? The socket will be obsolete in six months anyway.“ -How many mechanical engineers does it take to change a light bulb? Five. One to decide which way the bulb ought to turn, one to calculate the force required, one to design a tool with which to turn the bulb, one to design a comfortable - but functional - hand grip, and one to use all this equipment. -How many nuclear engineers does it take to change a light bulb? Seven. One to install the new bulb and six to figure out what to do with the old one for the next 10,000 years. A doctor, a lawyer, a vpriest and an engineer are golfing as a foursome on a beautful Sunday morning. They‘re approaching a really slow group ahead of them, and they ask the groundskeeper, „what‘s the deal?“ Turns out the group ahead of them are legally blind firefighters who saved an orphanage on Christmas. „Wow, I‘ll see if there‘s anything I can do for their quality of living“, said the doctor. „I can start a collection“, stated the

priest. „I‘m sure there are benefits and programs for them out there, I‘ll see what I can do to help,“ said the lawyer. .... They all turned and looked at the engineer, and he simply replied,“why can‘t they play at night?“

Klengt Rätsel: Wei grouss ass d‘ Fläch vun deem equilateralen Dreieck? (D‘ Zeechnung ass net moosstäblech) D‘ Änwert gett et am nächsten Bulli


bulli 2012_1  
bulli 2012_1  

aneil bulli 2012 1

Advertisement