Page 1

bulli

Wanter 2011

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


2 l bulli Wanter 2011

Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2011 5 Visite vum KKW Gösgen 7 Vistite vun Luzern 11 Visite vum Verkehrshaus 13 Visite Schaukäserei Emmental 15 Visite vun Callier 17 Äishockeymätch19 Visite vum Olympiamusée 20 Visite vun de Laboen Uni Basel 21 Visite vun Goodyear 23 Foire de l‘Etudiant 24 Déi méi lëschteg Säiten 25 Schlusswuert27 Impressum Responsablen Editeur Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren Daniel Lux, Elio Rerman, Eric Fischer, Georges Dengler, Max Schmitz Michel Heckel, Paul Dax, Pit Schmit, Venant Pirrotte, Yves Duhr Chefredakteren Luc Frantzen Layout Max Schmitz Cover Foto Rotarex Luxembourg © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com Drock Imprimerie Centrale De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.


Virwuert

bulli Wanter 2011 l 3

Virwuert

Léif Memberen,

d‘Joer 2011 neigt sech dem Enn zou an esou gëtt et dann och Zäit fir dee leschte bulli, d‘Editioun Wanter 2011. Hei loosse mer fir d‘éischt eemol eis Rees an d‘Schwäiz vum September an enger groussen Artikel Revue passéiere fir dass och jiddereen deen net konnt drun deelhuelen eng Ahnung dovu kritt wat mir alles esou gemaach hunn. Da ware mer och nach den 12. November op eng Visite bei Goodyear op Colmar-Bierg iwwer déi mer och ee klengen Artikel geschriwwen hunn. Déi 2 Deeg virdru ware mer mat eisem neie, grousse Stand wéi all Joer op der Foire de l‘Etudiant vertrueden, wou mer ënner anerem mat Hëllef vun eiser neier Broschür, dem Let‘s Engineer, vill Studente konnten den Ingenieursstudium a -beruff méi no bréngen.

Eis nächst a gläichzäiteg lescht Aktivitéite fir dëst Joer wäerten dann de 27. Dezember stattfannen. An zwar sinn dat moies eng Visite vun engem Chantier an owes eis Assemblée Générale am neie Foyer DaVinci op déi ech iech heimatter häerzlech invitéieren. Nieft der Wahl vum neie Comité wäerte mer do och d‘Joer Revue passéiere loossen, de Prix d‘Excellence vun der Fondation Enovos offiziell virstellen an zu gudder lescht dem Leonardo seng Zapanlag mol richteg testen. Ganz zum Schluss soen ech nach eemol jidderengem deen am vergaangene Joer an der ANEIL matgeschafft huet ee grousse Merci a wënschen alle Membere, Sponseren a Frënn vun der ANEIL schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch! Max


DIVERSIFIÉS POUR VOUS DEPUIS 1924

a+p kieffer omnitec réalise et assure la maintenance d’équipements techniques et énergétiques. Son savoir-faire s’étend à toute la technique du bâtiment, de l’énergie et de la communication : cogénération et chauffage urbain, traitement des eaux, réfrigération, vapeur, détection et extinction d’incendie, sanitaire, chauffage, climatisation, électricité basse tension et courants faibles, automatisation, régulation et surveillance.

Cogénération et chauffage urbain • Traitement des eaux • Réfrigération • Vapeur • Détection et extinction d’incendie • Sanitaire Chauffage • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Automatisation, régulation et surveillance

7-9 rue Guillaume Kroll - Cloche d’Or • L-1882 Luxembourg • Tél. : 47 48 48-1 • www.apko.lu


bulli Wanter 2011 l 5

Comité 2011

Comité 2011 Max Schmitz

Pit Demuth

Zürich Maschinenbau

Karlsruhe Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 5955281

+352 661 799369 +49 176 37546432

max.schmitz@aneil.lu

pit.demuth@aneil.lu

Pol Dax

Jean-Luc Rippinger

Oochen Maschinenbau

München Luft- und Raumfahrt

+352 661 672650 +49 178 1863134

+352 621 132330 +49 176 63142436

pol.dax@aneil.lu

jean-luc.rippinger@aneil.lu

Yves Roth

Luc Frantzen

President

Secrétaire

Responsable Studieninfo Karlsruhe Maschinenbau +352 691 915070 +49 151 29110894

Vice-Président

Trésorier

Délégué aux publications Oochen Bauingenieur

yves.roth@aneil.lu

+352 691 567019 +49 176 22997290 luc.frantzen@aneil.lu

Pit Schmit

Jules Petit

Délégué aux publications

Oochen Maschinenbau

Responsable partenaires Zürich Maschinenbau

+352 691 880152 pit.schmit@aneil.lu

+352 661 474328 +41 76 5403833 jules.petit@aneil.lu

Yves Duhr

Danièle Mousel

Gestion fichiers & Internet Oochen Informatik +352 621 483134 +49 178 8929370 yves.duhr@aneil.lu

Membre Coopté

Oochen Entsorgungsingenieur +352 661 914213 +49 176 20336956 daniele.mousel@aneil.lu


Rejoignez un groupe international Enovos Luxembourg S.A. est la société de production et de fourniture d’énergie, active sur le marché de l’électricité, du gaz naturel et des énergies renouvelables. Creos Luxembourg S.A. est la société gestionnaire des réseaux d’électricité et de gaz naturel. Enovos et Creos font partie du groupe Enovos International, acteur régional de taille dans le domaine de l’énergie. A la recherche de compétences nouvelles pour renforcer nos équipes dans le cadre d’une expansion continue, nous recherchons de jeunes diplômés dynamiques et motivés et nous offrons aux étudiants la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser leur travail de fin d’études dans un de nos services.

Enovos International S.A. Human Resources L-2089 Luxembourg mail@enovos.eu enovos.eu / creos.net


Visite KKW Gösgen

bulli Wanter 2011 l 7

Visite vum KKW Gösgen

No ca. 400 km Autofueren an enger gerassener Frontscheif war et endlech sou wäit: 8 Lëtzebuerger komme beim Atomkraaftwierk Gösgen, iergendanzwousch tëschent Olten an Aargau, un. Fir t’éischt sinn d’Identitéitskaarten akribesch genau kontrolléiert ginn, ier mir e Badge kruten, mat deem mir di verschidde Sécherheetskontrolle passéiere konnten. Wéi mir dunn endlech dobanne waren, krute mir en éiweg laange Film gewisen, deen eis soll verdäitlechen, wou iwwerall Stroum gebraucht gëtt. Duerno krute mir erklärt, dat Strahlung eng ganz natierlech Saach ass a mir permanent natierlecher Strahlung ausgesat sinn, entweder duerch kosmesch Strahlung, oder duerch radioaktiivt Gestengs, wéi z.B. Granit, dat och oft an der Kiche fir Aarbechtsplacke genotzt gëtt. Aus dem Buedem diffundéiert och kontinuéierlech radioaktive Radon (n.b. och zu Lëtzebuerg, an do speziell am Éisléck). D’kosmesch Strahlung kann och duerch eng Niwwelkummer siichtbar gemaach ginn. Duerno krute mir erklärt, datt natierlech Uransteng zu ca. 0.79 % aus Uran-235 (dem radioaktiven Isotop) bestinn, mee datt ee fir d’Energieproduktioun

Uran brauch, deen zu 4-5 % aus dem radioaktiven Isotop besteet. Dat gëtt erreecht, andeems d’Steng geléist ginn a per Zentrifuge an di verschidden Isotopen opgedeelt ginn. Schlussendlech gëtt den ugeräicherten Uranoxid an Tablette gepresst (sougenannt Pellets, ca. 2x1 cm grouss, 7 g schwéier). Fir ee 4-Persounenhäus ee Joer mat Energie ze versuergen, brauch ee just 2 där Pellets (als Verglach: dat entsprecht ca. 3,5 Barrel Petrol oder ca. 900 kg Kuelen). Dës Pellets ginn dann a 4 m laang Staange gefëllt (Brennstiew), an 205 vun deene Stiew bilden ee Brennelement. Am ganze befannen sech 177 Brennelementer am Reaktordrockbehälter vum KKW Gösgen. Di eenzel Brennstiew si komplett vu Waasser ëmginn, dat bei 292°C an de Reaktordrockbehälter (154 bar) fléisst an op 325°C gehëtzt gëtt (bei engem Duerchfloss vun 53000 Tonne Killmëttel pro Stonn oder 14,7 Tonne pro Sekonn). D’radioaktiivt Haaptkillmëttel, wat direkt d’Brennstierw am Reaktorkär ëmfléisst, gëtt permanent gebotzt an di radioaktiv Verbindunge per Ionenaustauscher ewechgeholl. Duerch Destillatioun gëtt d’Killmëttel nees an Deionat a Borseier getrennt. D’Borseier déngt als Neutronefänger. Andeems een d’Mass u Borseier regléiert, kann een d’Reaktivitéit vun de Brennelementer regléieren. D’Hëtzt entsteet duerch eng Kettereaktioun, während där Neutronen op Uran-235 Käre geschoss ginn, an déi doduerch an zwee méi kleng Unitéiten zerfalen (ënner Fräisetzung vu Wärmt) a selwer op mannst zwee Neutrone fräisetzen. Doduerch klëmmt d’Unzuel vun de Neutronen exponentiell, wat d’Reaktioun acceleréiert an ëmmer méi Hëtzt entstoe léisst. Fir dass dëst awer effizient méiglech ass mussen d‘neutronen ofgebremst ginn, wat automatesch duerch d‘Killmëttel geschitt (duerch Kollisioune vun den Neutrone mat de Waasserstoffatome vum Waasser). Fir d‘Reaktioun ze kontrolléieren existéiert pro Brennelement och nach e Steierelement, an deem 20 Steierstierw


8 l bulli Wanter 2011

Visite KKW Gösgen

D’Reaktorgebai an d’Brennelementlagergebai sinn esou ausgeluecht, dat se Fligerofstierz sollen iwwerliewen. Dat op 325°C erhëtzt Waasser gëtt an den Dampgenerateur geleet, an deem d’Energie per U-Rohr-Wärmetauscher un en zweete Waassercircuit ofgi gëtt. D’Waasser aus dem Speisewasserbehälter verdämpt dobäi an huet am Ausgäng en Drock vun 62 bar bei 280°C.

sëtzen. Dës bestinn aus enger AgInCd-Mëschung, déi d’Neutronen absorbéiert. Am Normalfall kann een d’Steierstierw méi oder manner déif tëschent d’Brennstierw senke fir d’Reaktorleeschtung ze kontrolléieren. Am Noutfall kann een di Steierelementer ganz an de Reaktorkär rofloosse fir d’Reaktioun ganz z’ënnerbannen. Dëst allerdings féiert zu enger Drockerhéigung am Reaktor, wat dozou féiert dat d’Reaktorwand méi séier futti geet, wouwéinst Schnellofschaltunge sollten sou wäit wéi méiglech verhënnert ginn. All Joer gëtt de Reaktor fir 2-3 Wochen ausgeschalt fir eng Generalinspektioun duerchzeféieren, a fir ca. e véirel vun de Brennelementer z’ersetzen. E Brennelement kann also an der Regel 4 Joer agesat ginn, an huet no där Zäit ca. 5% vu senger Radioaktivitéit verluer. Duerno ginn se ausgewiesselt an nach während e puer Joer weider am Ofkillbecke gekillt. Theoretesch kënnen di Elementer nach eng Kéier ugeräichert ginn, mee dat ass an der Schwäiz (an och an Däitschland) momentan verbueden, fir den Transport vu radioaktivem Material ze limitéieren. De Reaktorkär ass am Normalfall ënner enger décker Betonschicht verstoppt (déi ebe just fir di jährlech Inspektioun ewechgeholl gëtt), a ganz ronderem d’Reaktorgebai befënnt sech nach eng Stolkuppel mat enger Déckt vun 3,2 cm, déi nach eng Kéier vun enger 1,2 m décker Betonschicht emgin as. Dat ganzt steet op enger 2,6 m décker Grondplack.

Ier mir eis di grouss Generatore konnten ukucken, goufe mir nach an de Kontrollraum geféiert. Do gesäit ee vill al analog an e puer digital Anzeigen. Mir kruten allerdings gesot, datt dat meescht per Computer gesteiert gëtt an all Signal vun zwou onofhängegen Apparater gemooss gëtt. Ausserdem si permanent op mannst dräi Persounnen am Kontrollraum fir alles z’iwwerwaachen. Sollt eng gréisser Pann passéieren, gëtt et och nach e separat Noutstandsgebai, an deem sech eng Kopie vum Kommandoraum befënnt. Sollt de Stroum ausfalen oder d’Leitung vum Aspeisungsnetz beschiedegt sinn, ginn et och e puer Dieselmotoren (an eng grouss Meng un Diesel), déi fir genuch Stroum suerge fir de Reaktor adequat ofzeschalten an de System ze killen. Uschléissend si mir dann an d’Maschinnegebai geféiert ginn, an deem de Waasserdamp dann an eng Héichdrockturbine geleet gëtt. Do virdru befannen sech nach Schnellschlussventiler, déi am Noutfall kënnen d’Alimentatioun vun den Turbinen ënnerbriechen. Réischt an der Héichdrockturbinn gëtt den Damp, deen tëschenduerch nach eng Kéier erhëtzt gëtt, an den Einwellenturbosatz, deen aus Héich- an Déifdrockdeeler an engem Generator besteet an eng Längt vu 55 m huet, geleet. De Generator dréit sech mat 3000 rpm. Fir Vibratiounen ze verhënneren, steet di ganz Montur op enger Dëschplack, déi iwwer Fiederkierper an Dämpfungselementer mat der Gebaikonstruktioun verbonnen ass. Den Damp gëtt uschléissend kondenséiert duerch Abgab vun der Kondensationswärmt un den Haaptkillwaasserkreeslaf, deen d’Wärmt iwwer de Killtuerm un d’Atmosphär ofgëtt. Den


Visite KKW Gösgen

zweepolegen Dréistroum-Synchrongenerator, dee fir eng Nennleeschtung vun 1190 Megavoltampere ausgeluecht ass, produzéiert Stroum mat enger Spannung vu 27 kV, déi da per Blocktransformateur op 380 kV erhéicht gëtt. Duerno gëtt de Stroum an d‘Verbundnetz agespeist. Nodeems mir aus dem Turbinnegebai erauskomm sinn, konnte mir nach d’Sauna am 150 m héije Killtuerm (iwwregens den héchsten Tuerm aus der Schwäiz!) genéissen. Do gëtt näämlech d’Waasser aus dem Haaptkillwaassersystem op enger Héicht vu 14 m duerch Düse gesprayt an en Deel vum Waasser (tëschent 400 bis 700 Liter pro Sekonn) verdonst. Am Tuerm herrscht eng Temperatur vun ca. 25°C an eng Loftfiichtegkeet vun 100%. Dat Waasser, dat verdonst, gëtt duerch frëscht Waasser aus der Aare ersat.

bulli Wanter 2011 l 9

Nodeems eis Kleeder rëm dréche waren, si mir nees zréck an d’Besucherzentrum geschéckt ginn, wou mir nach an engem Film erklärt krit hunn, dat och d’Schwäiz amgaangen ass, passend Gestengsschichten ze sichen, an deenen ee Lagerstolle fir den nuklearen Offall kann uleeën. E Plang, wéi di Stolle sollen ausgesinn, a wéi se sollen zougeschott gi wann se mol gefëllt goufen, existéiert schon. Um Schluss vun der Visite krute mir fir t’éischt e Quartett mat Informatiounen iwwer d’Kraaftwierk. Dunn ass et weider gaange mat Schokla, Chips a souguer Béier (leider war et Feldschlösschen, mee de Geste zielt!). Trotzdem war et eng spannend, informativ a vu vir bis hanne gelonge Visite! Eric Fischer

Grâce à ses 405.000 employés dans le monde, Siemens a révolutionné les domaines de l’Industrie, l’Energie et la Santé ! www.siemens.lu


Assemblée Générale 27.12.2011 Heimatter invitéiert d’ANEIL all hir Memberen häerzlech op hir Assemblée Genérale, déi den Dënschden, 27. Dezember 2011 um 20 Auer am neie Forum DaVinci 4, bd Gr.-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg stattfënnt. Hei wäerte mir ee Réckbléck op dat eräignisräicht Joer 2011 werfen an awer och den neie Comité fir d’Joer 2012 wielen. Interesséierter fir an de Comité si gebieden hir Kandidatur rechtzäiteg per Mail u contact@aneil.lu ze schécken. Et ass awer gläichzäiteg fir iech eng gutt Méiglechkeet iech eisen neie, modernen Haaptsëtz, de Forum DaVinci, unzekucken. A loosst iech net vun deem offizielle Gebäi täuschen: et huet och eng Bar mat Zaapanlag a mir wäerten natierlech virun an no der AG deen een oder anere Patt zum beschte ginn. Mir freeën eis drop iech op der AG 2011 ze gesinn.


Visite Luzern

bulli Wanter 2011 l 11

Visite vun Luzern (deen iwwerraschenderweis schwéier ze fanne war) fir d’ANEILs-VISA mol e bëssen ze belaaschten. Den éischten Duuscht gestëllt a gutt gefiddert hu mer eis dunn op de Wee fir an d’Bar 59 gemaach, eng Bar/ Disco mat Live-DJ, alem Holzbuedem, vill Deko a franséischem Stil, an engem ganze Koup gemittlech al Fotellen a Sëtzecker. Leider war net vill lass do, mee et war jo och een Donneschten.

No der Visite vum KKW Gösgen hu mer eis dunn op de Wee a Richtung Luzern gemaach. Dem Dax säin Navi huet eis dobäi iwwer Feldweeër mat Panoramaview geschéckt an och laanscht eng Offahrt op der Autobunn ;-) . Zu Luzern si mer quasi Zäitgläich mam Max ukomm, deen nach seng Présence als Presi bei enger Porte-Ouverte vun Arcelor Mittal zu Lëtzebuerg huet misse weisen. Fir ze weise ween hei de Chef ass huet en sech da mol direkt beim Personal vum Youth-Hostel mat sengem Schwiitzerdüütsch vun der Grupp missen ofhiewen :-P. Nodeems mer eis dunn op d’Zëmmere verdeelt an e bësse frësch gemaach haten, si mer ze Fouss a mat enger 1ter Fläsch Schwäizer Béier am Grapp Richtung Zentrum getrëppelt. Iwwer Hiwwel an duerch Dall, laanscht d’Reuss an iwwer e puer Brécken, laanscht Schmid.lu an de Luxemburgerli, hu mer eis Richtung Restaurant „Parterre“ duerchgeschlo. Nodeems den Yves mam Personal gekläert hat datt mer „drusse“ sëtzen, hu mer bei enger gudder Molzecht a mat e puer Pitchere Béier iwwer al Zäite philosophéiert. Wéi et dunn ëm d’Bezuele goung hu mer mol festgestallt datt hei nëmme Bores geholl gëtt an de Max huet sech mol op d’Sich no engem Bancomat gemaach

Wéi dunn e puer vun der ANEIL gesponsert Béiere vernicht waren hu mer eis moies ëm 2h op de Wee fir eng Sight-Seeing Tour duerch Luzern gemach. Als éicht hu mer eis Richtung Gare Centrale duerchgeschlo, déi direkt beim Vierwaldstättersee an dem Kultur- und Kongresszentrum (KKG) läit. Vun do aus si mer op d‘Wahrzeiche vu Luzern, d’Kapellbrücke gaang. Dëst ass eng 200m laang, al Holzbréck aus dem Joer 1365 wou d’Geschicht vun der Schwäiz op Gemälder duergestallt ass. Duerch d’Foussgängerzone ass et dunn an de Gletschergarten gaang wou och d’Löwendenkmal an ee Fiels gemeesselt ass. Leider war et sou donkel dobaussen an d’Schwäizer hunn och keng Luuchten do plazéiert, sou datt een absolut guer näicht erkenne konnt vun deem gudde Stéck. Et schéngt wuel net vill Night-Seeing-Touristen do ze ginn ;-). Weider duerch de Park hu mer dunn nach eng Rutschbahn fonnt wou den Dax, Misch, Elio a Max ëm 3 Auer moies nach androcksvoll hiert RutschKënnen ënner Beweis gestallt hunn. Mat HandyNavi hu mer eis dunn iwwer Dall a Bierg an de YouthHostel zeréck gemaach. Georges Dengler


OUR PEOPLE MAKE THE DIFFERENCE • World leader in Ironmaking Technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure projects Paul Wurth Group offers study related and / or professional opportunities for future or newly graduated engineers, ready to join a challenging adventure in a demanding international environment. If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company, please send your application to career@paulwurth.com or contact Dorothee PFANDER • Tel. (+352) 4970-2269

SAF E T Y S IED

TEM YS

Visit our website www.paulwurth.com

CERT IF

Paul Wurth S.A. Human Resources • 32, rue d’Alsace • P.O. Box 2233 • L-1022 Luxembourg VCA**

ISO 9001 ISO 14001 BUREAU VERITAS Certification

VINCOTTE

N° BXL 05000141 / N° BEL BXL 153669


bulli Wanter 2011 l 13

Verkehrshaus Luzern

Verkehrshaus der Schweiz zu Luzern Wann d’Bedingungen erfëllt sinn da muss een sech an den Auto setzen a lass geet et mat 10 km/h..? Ma sécher net!! De Gurt däerf een net vergiesse soss kann een eng op d‘Nues kréien (klengen Exkurs aus Spaass un der Freed, eis däitsch Kollege soe jo ëmmer „den Gurt für den Kurt“ an d’Fransouse soen „la ceinture pour Arthur“). Mir sëtzen also ugestréckt am Auto a lass geet et. 3 Sekonne méi spéit ass et schon eriwwer, den Auto hat net vill mee mir goufen e bësse gerëselt. Fazit vun der Geschicht: mat 10 km/h ass de Spaass ze kuerz, (nom Musée wou mir dunn erëm an eisen Autoe wore wollte mir mat e bësse méi Geschwindegkeet ee Crash probéiere mee dunn hunn d’Chaufferen aus Sécherheetsgrënn ee Réckzéier gemaach). Moies fréi, géint 9h30 op en ganz sonnegen Dag si mer d‘Verkehrshaus, wat keng 50 Meter vum Vierwaltstättersee ewech läit, besichtege gaangen. Dëse Musée ass iwwer 50 Joer al an dee gréissten technesche Musée vun der Schwäiz, gläichzäiteg zielt dëse Musée schwäizwäit och déi héchsten Zuel u Visiteuren. Et kéint ee lo der Rei no erziele wat mer do alles gemaach hunn resp. säitelaang schreiwe wat et do alles schéines ze gesi gouf. D‘Ausstellung ass vu Fligeren iwwer Autoen an Zich bis zu Booter gaangen. Motorieder, F1 a Felgen, (ganz vill Felgen) sinn nëmmen e puer Stéchwierder déi d‘Villfalt vun dësem Musée beschreiwen deen eis alleguerte begeeschtert huet. Mir erzielen iech awer vill léiwer iwwer all déi Saachen déi ee konnt beréieren a spieren. Dat waren ënner anerem ee Crashtest an engem Golf mat 10 km/h, gefollegt vun e bësse Beweegung mat engem Fliger fir eng sportlech Persoun an zu gudder lescht ee Fluchsimulator bei deem d’Blutt Richtung Kapp gaang ass. Fir de Crashtest däerf een als eicht mol kee Blutthéichdrock oder Problemer um Réck hunn.

No souvill Emotioune war eis Guide der Meenung dass et un der Zäit wier e bësse Sport ze maachen. An éier mir zum Fliger an der Loft kommen hu mir Dréchenübungen op engem Rudderboot gemaach fir waarm ze ginn. Véier Booter (Fitnessaparater) niefteneen, en decke Fernseher fir ze gesi wéi vill Meter ee selwer esou wéi och d‘Konkurrente maachen an op all Boot eng ganz motivéiert Persoun. Mir hunn esou schnell geruddert dass eis Guide paff war dass mir 100 Meter an däitlech manner wei enger Minutt gepackt hunn. Verschiddener wieren, vu lauter Hetz mat Sécherheet an d’Waasser gefall an anerer wore frou dass d‘Zillinn erreecht wor. Zu véier zesummen op engem richtege Boot dat wier


14 l bulli Wanter 2011

Verkehrshaus Luzern

dann d‘Been esou beweegen dass de Schwéierpunkt vum Kierper de Fliger lenkt. Féiss no lénks da geet den Apparat no lénks, Féiss no riets an den Apparat geet no riets an e bësse méi schwéier geet et mat de Féiss no hannen da geet den Apparat an der Lut, respektiv mécht eng manner haart Landung.

e bësse wéi am Video zum Litt „The Flood“ vun Take That ginn. Mä net duerch London mä op der Uelzecht zu Lëtzebuerg oder villäicht awer an der Reuss zu Luzern an dono am Rhein via d‘Aare (Um. v. d. Red.: Elio komm zeréck op d‘Thema..). Rätsel: Flossverbindung zwësche Lëtzebuerg a Luzern a 4 Wieder? Mousel – Rhein – Aare – Reuss (Um. v. d. Red.: Elio! ;) ). Nodeems mir schéi waarm woren, an dat och geeschtlech, huet eis Guide eis de Fliger virgestallt. Wann een iech Otto Lindenthal seet, da mécht et iech bestëmmt och „Ahhhh jo“. Dir sidd mat averstanen dass een sech hautdesdaags beim Wuert Fliger en décken zilinderförmegen Objet aus Aluminium oder Faser-Kunststoff-Verbund virstellt. De Fliger - oder besser gesot Fluchapparat - vum Här Lindenthal war awer aus Weidenholz a Baumwollstoff zesumme mat e bëssen Drot an dat war et. Bei dem Fliger ass kee Rotor an och keen Triebwerk ze fannen, dat wier jo soss net esou sportlech a lëschteg. Eisen éichte Kandidat huet dunn och Platz am Fliger geholl oder besser gesot huet sech ënnert dem Fluchapparat festgehalen. Mat vill Kierperspannung muss een

De Fluchsimulator war eis nächst Statioun. Mat engem Helikoptersimulator an engem Kampfjetsimulator gouf et d’Wiel zwëschen engem gemittleche Fluch mat schéiner Sicht iwwert de Musée a seng Ëmgéigend oder ee méi beweegungsräiche Fluch mat Looping an aneren akrobatesche Fluchfiguren. Den Helikoptersimulator huet sech kaum beweegt mä dofir waren iwwerall Bildschiermer installéiert déi eng bal 360° Sicht erméiglecht hunn an dat net nëmmen an horizontaler- mee och a vertikaler Richtung. Dëse Simulator hat och Platz fir 5 Persounen. De Kampfjetsimulator konnt mat sengen 2 Platze bei der Kapazitéit net mathalen (zum Thema Halen: beim Kampfjet huet ee besser gehat sech gutt unzestrécke fir vun de Gurte gutt ugehalen ze ginn. Beim Auto wier et eng op d’Nues ginn mä hei eng op d’Bëls). D‘Fluchdauer beim Kampfjet war vu 4 Minutten, 4 Minutten déi heiansdo ganz genotzt gi sinn fir, wei am Film „Top Gun“, nëmmen um Kapp ze fléien. Elio Rerman


Vistite Emmental Schaukäserei

bulli Wanter 2011 l 15

Visite Emmental Schaukäserei zu Affoltern Mëllech dra passt. D’Mëllech muss iwwregens vu Kéi sinn, déi just mat Hee gefiddert ginn. Duerch Fudder aus engem Silo keimen nämlech falsch Bakterien an d’Mëllech, déi d‘Produktioun vum Kéis onméiglech maachen. D’Leiwer ware sou grouss, well den Zollpräis pro Leif Kéis gerechent gouf an de schwäizer Kéis schon deemol ee groussen Exportschlager war. Duerno gounge mer an Dorfkäserei wou zwëschen 1954 an 1989 de Kéis hiergestallt gouf. Un der eigentlecher Produktioun huet sech net méi vill geännert, ausser datt d’Mëllech net méi iwwert dem Feier opgewiermt gouf, mä mat Elektrizitéit. No eisem Zwëschenhalt um Sursee fir d’Mëttegiessen si mer iwwer déi romantesch Stroossen am Berner Mittelland bei d’Schaukäserei zu Affoltern am Emmental gefuer. Well wat wier eng Visite an der Schwäiz ouni ze kucke wéi dee wuel bekannteste Kéis vun der Welt hirgestallt gëtt? E bësse mat Verspéidung ukomm, goufe mer vun eiser Guidin, mat engem original schwäizer Akzent, empfaang. Als éischt krute mer an engem Chüherstockli kuerz gewise wéi de Kéis zu Gotthelfs Zäiten iwwer dem oppene Feier hiergestallt gouf. Dat mam oppe Feier huet dann och dofir gesuercht, datt dat ganzt Haus e bëssen no Damp gestonk huet. De Küher (Chüühr) war iwwregens deen, deen d’Kéi fréier iwwer d’Wise gefouert huet. No enger kuerzer Visite an der Küherstube goung et an d’FeuerwagenKäserei Chäshütte. Do ware mer da bei der Kéishierstellung ëm d’Johonnertwenn. Dat ganzt heescht FeuerwagenKäserei well et ee Weenche gëtt wou d’Feier drop gemaach gouf deen een direkt ënnert de Kessi (Chässi) drécke konnt, an och rëm vun do fort huelen. Kessi klengt lo no engem klengen Dëppen, wann een awer bedenkt datt do Kéisleiwer vun 90kg hiergestallt goufen, an 1kg ongeféier 12 Liter Mëllech brauch, da sinn dat Dëppe wou méi wei ee Fudder

Zu lescht krute mer gewise wou de Kéis haut hirgestallt a gelagert gëtt. Et entstinn do aus de 6.000.000l Mëllech pro Joer 20 Leiwer Kéis pro Dag. Virun der Lagerung kritt en eng Salzglasur, an da gëtt e 4-14 Méint agelagert wou dann och déi weltberühmte Lächer an de Kéis kommen. Duerno krute mer nach 3 verschidden Emmentaler mat ënnerschiddlecher Lagerdauer ze schmaachen. Dee 14 Méint alen Emmentaler huet een zimlech kräftegen a salzegen Aroma an huet net méi vill mat dem Emmentaler aus dem Supermarché ze dinn. Nodeems datt mer eis mat Gedrénks agedeckt hate fir de Salzgout rëm lass ze ginn si mer weider Richtung Bern gefuer. Yves Duhr


Passionnés par la recherche ? Découvrez un monde d’opportunités sur le Portail luxembourgeois de l’innovation et de la recherche. Ce portail est la source d’informations de référence en matière d’innovation et de R&D au Luxembourg. Un outil indispensable pour connaître les acteurs de la recherche au Luxembourg, découvrir leurs compétences, vous informer sur les perspectives d’avenir, et suivre toute l’actualité du secteur.

www.innovation.public.lu L’innovation et la recherche commencent ici.

Avec le soutien de :

Union européenne Fonds européen de développement régional

Investit dans votre avenir


Visite Callier

bulli Wanter 2011 l 17

Visite Callier spueneschen Haff bruecht huet, vu wou aus se hire Wee op Versailles an aner Leader-Zentren aus där Zäit fonnt huet. De Product Image war deemools nach definitiv en anere wéi haut, net nëmmen datt déi normal Bevëlkerung kee Schokla ze gesi krut, respektiv sech kee leeschte konnt, mä och de Schokla selwer gouf ofwiesselnd als Aphrodisiakum oder Däiwelsgeschier bezeechent, net als Leckerei wéi haut.

Um 3ten Dag vun eiser flotter Rees an d’Schwäiz huet et eis op Broc verschloen, wou d’Maison Cailler, ee weltwäit renomméierte Schoklahiersteller an e Member vum Nestlé Group, op eis gewaart huet. Nieft dem alen Haaptgebai läit de moderne Besucherzentrum, an deem d’Mark, d’Unternehmensgeschicht an d’Produktioun fir Visiteure virgestallt ginn. Do hu mer eis och gläich ugemellt an hunn dunn mam Gruppenumm “Lait” op eisen Check-In gewaart. Mat Hëllef vu verschiddenen animéierte Raim, déi e bëssen Disneyland-Feeling opkomme gelooss hunn, krute mer d’Geschicht vum Schokla a vun der Mark Cailler erkläert. Alles huet ugefaang am 15te Jorhonnert bei den Azteken am ale Mexiko. Déi éischt Benotzung vun der Schoklasboun war laut dem Erzähler op Opfergabe, Bezuelmëttel an, a Form vum Gedrénks Xocolatl, als “Red Bull” fir d’Kämpfer beschränkt. De Wee an Europa, an d’Hänn vun de méi räiche Leit, huet déi wäertvoll Boun eréischt mat Hëllef vum Conquistador Cortez fonnt, dee säi Schëff mat Schoklasboune vollgeknuppt huet an se op de

Lo wou d’Boun awer bis hei an der aler Welt war, krute mer och méi iwwer Cailler erzielt. 1819 huet de François-Louis Cailler d’Firma Cailler gegrënnt, déi éischt Schoklasfabrik an der Schwäiz, awer nach laang net déi läscht. 1875 huet den Daniel Peter de Mëllechschokla erfonnt, déi Mëschung un där virdru scho vill Leit gescheitert waren. 1898 ass dunn d’Produktioun vu Cailler zu Broc ugelaf, do wou mir grad waren. An de nächste Jore goufen dunn nach Produite wéi nei Knippercher oder Mëllechschokla mat Nëss ageféiert. Leider ass mam neie Jorhonnert och d’wirtschaftlecht Ëmfeld méi schwéier ginn, sou datt 1911 déi 3 Produzente Cailler, Peter a Kohler hier Firmaen zesummegeluecht hunn fir den Image vum Schwäizer Schokla no baussen nach méi staark vertrieden ze kënnen.


18 l bulli Wanter 2011

Visite Callier

huet, andeems e behutsam all eenzele Schokla a seng Schuel geluecht huet, wou en du verpaakt ginn ass an um Enn frësch fir eise Verzehr fräi gi gouf. Dunn hate mer et och scho gepackt a mir sinn an den Degustatiounsraum komm. D’Consigne war, „iess souvill wéi s de wëlls, mä et gëtt näischt mat eraus geholl“. D’Consigne vum Prési war dunn och kloer, “Männer, friesst Schokla souvill wei der packt an trëppelt sou lues wei méiglech”. Den Iwwerfall huet sech dunn awer a Grenze gehalen, Schokla ass ebe mat Beduecht ze genéissen, wat de Presi dono och gemierkt huet, wei en d’Panz wéi hat.

Mee Krise ëm Krise, et ass ëmmer méi haart um Marché ginn. Dem Cailler sief Dank ass dunn 1929 e gewoten, awer iwwerliewenswichtegen Entschloss gefaasst ginn: d’Fusioun mat der haut weltwäit bekannter Entreprise Nestlé, wourauser d’Entreprise NPCK ervirgaangen ass. Nodeems eis du kloer war, wéi déi Boun bis an d’Schwäiz vun haut komm ass, wollte mer eis natierlech dee Schokla méi genau „ukucken“. Fir d’éischt koum awer nach eng läscht, ganz interessant Positioun, nämlech d’Fro “Wat ass do eigentlech dran?”. Wéi sou üblech bei Schwäizer Produiten, gëtt ganz vill Wäert op Qualitéit a Regionalitéit geluecht. Den Zocker zum Beispill kënnt aus der Schwäiz, d’Mëllech, e wichtege Bestanddeel vum Cailler Produit, souguer nëmme vu Baueren aus 30 km Ëmkrees vu Broc, der Produktiounsstätt. Nodeems mer iwwerall dru geschnüffelt an un all Knäppche gespillt haten, si mer nach laanscht eng kleng Demoproduktiounsligne vu Mini Branches de Chocolat komm, un där mer gesinn hunn wei d‘Séissegkeete voll automatesch produzéiert an iwwerzu gi sinn. Natierlech dierf een hei net de Roboteraarm mam Control vu Bosch ausloossen, deen d‘Ingenieurshäerzer méi héich schloe gelooss

Aus der Ausstellung raus, ass dunn nach den obligatoresche Rollgrëff am Shop gemaach ginn. De Bauch, d‘Täschen an de Kapp voll mat Schokla ass et du rëm Richtung Parking gaang, mat engem gudde Gefill grad eng wierklech flott Ausstellung gesinn ze hunn, déi ëmmerhin am Joer 2010 déi 2t Plaz am Swiss Milestone Award beluecht huet, eng Auszeechnung fir touristesch Attraktiounen an der schéiner Schwäiz.

Venant Pirrotte


bulli Wanter 2011 l 19

Äishockeymätch

Äishockeymätch Lausanne HC – HCC Chaux-de-Fonds

Et war schon 20:10 wéi mir am „Centre Intercommunal de Glace de Malley“ ukomm waren, obwuel de Match schon um 20 Auer ugefaangen hat. Schold un eiser Verspéidung war nach ee spontanen, net wierklech geplangten, Mini-Sighseeing-Tour duerch Lausanne virum Iessen an d‘S-Bunn déi net sou gefuer ass wéi mir dat wollten. Den Yves hat eis awer verséchert dass hien seng Kontakter scho spille gelooss hätt, an déi zwou Equippe mat de Goler op eis waarde géifen. Et war fir déi meescht vun eis den éischten Äishockeymätch, dee mir net am Fernseh gesinn hunn, sou dass dëse Match fir vill eng nei Erfahrung war. Et goufen also schnell puer Entréesbilljeeën a Béier kaf a schnell ass et an den Heemblock bei déi Lausanner Fans gaangen. Den Yves war souguer sou schnell ënnerwee dass hien einfach mol laanscht Securitas gestiermt war, déi hien awer direkt rëm zeréckgepaff hunn. Wéi mir bis all an der Arena dobanne waren, hu mir net schlecht gestaunt wéi vill Leit (6000) sech sou een Zweetligamatch an der Schwäiz ukucke ginn. Wéi sech spéider erausstelle sollt, handelt et sech bei Matcher géint Chaux-deFonds (ënnert den ANEIL-Membere besser bekannt als déi schwäizer Chaux de Contern) ëm en Derby, wat erklärt firwat d’Stëmmung zimlech opgehetzt war. Zudeem stoung et zu deem Zäitpunkt 0:1 fir

de Géigner, deen sech also net un eis Ofmaachung gehalen hat. Well mir awer endlech ukomm waren hunn d’Lausanner och ugefaangen Äishockey ze spillen an hunn an deene verbleiwende leschten 2 Minutte vum éischten Drëttel nach schnell 2 Goler geschoss. An der Paus hu mir eis mol ëmfrot firwat all Equipe ee Spiller an hire Reien hat, deen ee gielen Helm an een zum Deel gielen Trikot unhat. Déi agefleeschte Fans hunn eis erklärt dass domat dee beschte Goalgetter vun all Equipe ervirgehuewe gëtt a well d’Post Sponsor vun dëser Aktioun ass, war d’Faarf och schnell erklärt. De Rescht vum Match ass schnell erzielt: Lausanne huet den zweeten Drëttel an den Ufank vum drëtte komplett dominéiert an louch mat 5:1 a Féierung, éier si Tempo aus dem Spill geholl hunn an esou de Géigner nach bis op 5:3 verkierze konnt. Der gudder Stëmmung huet dat awer net geschuet, ëmmerhi gouf den Derby op eng souverän Art a Weis gewonnen an dat, wéi sech lo beim Schreiwe vum Artikel erausgestallt huet, souguer géint en direkte Konkurrent ëm den Opstieg. (Lausanne ass zweet, Chaud-de-Fonds ëmmerhi véiert) Et bleift festzehalen dass mir ee flottee Match mat ville Goler a super Stëmmung erlieft hunn an dass een de Puck zum Deel besser am Stadion wéi op der Tele verfollege kann. Michel Heckel


20 l bulli Wanter 2011

Olympesche Musée

Olympesche Musée MMA, just komplett ouni Regelen an net selte is op den Dout. A beim Boxen si wahrscheinlech och déi mannst mat engem bloen Aan dovu komm. D‘Boxhänschen hunn nämlech aus lieders Rimmer, besat mat Metallplacke bestaan.

Sonndes Moies si mir den offiziellen Olympesche Musée zu Lausanne kucke gaangen. Hei krute mir eng Visite vun ongeféier enger Stonn vun engem Deel vum Musée. Interessant war et ze gesinn, wéi déi modern olympesch Spiller entstane sinn. Genau sou interessant war deen Deel vun der Ausstellung dee vun den olympesche Spiller am antike Griichenland gehandelt huet. Do konnte mer och e puer Ënnerscheeder zu de moderne Spiller feststellen. Besonnesch eraus hiewe kann een, dass hautdesdaags och Fraen däerfen deelhuelen. Fréier hunn si net nëmmen net däerfen un de Wettbewerber deelhuelen, mee et war hinne souguer och verbueden nozekucken. Gouf eng Fra dobäi erwëscht, war d‘Léisung relativ effizient: se gouf vun där nächstbescht Klipp gestouss. Donieft haten se deemools och keng Wanterspiller an hate fir all Sportaart déi selwescht Bekleedung: guer keng. Vun den antike Spiller gouf et och interessant Fondstécker wou een net méi sécher ka soe firwat se benotzt goufen. Sécher ass op alle Fall, dass deemools wéi haut de Gewënner vun de Spiller vill Respekt an der Gesellschaft genoss huet. De Verléierer ass et do anescht ergaang: während e bei enger Sportaart wéi Lafen nach mat vill Scham fir seng Heemescht dovu komm ass, hat e beim Pankration manner Gléck. Dat war nämlech eng antik Versioun vum modernen

D‘Ausstellung huet haaptsächlech aus Material bestane mat deem Goldmedaile gewonne goufen oder dat de jeeweilege Sport sou verännert huet dass d‘Spëtzeleeschtungen enorm geklomme sinn. Et goufen och enorm vill Videoe vun deene verschiddenen olympesche Spiller ze bewonneren. En anere groussen Deel vun der Ausstellung huet sech mat der Philosophie vun den olympesche Spiller beschäftegt. Hei huet den olympesche Comité sech vu senger beschter Säit gewisen a Reklamm vir hir Organisatioun gemaach. Virun der Entrée konnt een dann och nach 2 Austellungsstécker bewonneren. Dëst waren en Opbau fir de Weltrekord am Stafhéichsprong an deen am Kugelstoussen ze illustréieren. Et muss ee soen, dass dat schon impressionant ass. A wann d‘Kugelen net festgemaach gewiescht wieren, dann hätte mir wuel probéiert de Rekord ze iwwertreffen.

Pol Dax


bulli Wanter 2011 l 21

Visite Loboe Uni Basel

Visite vun de biochimies Laboe vun der Uni Basel

Di lescht Visite vun eiser Rees an d‘Schwäiz war d‘Visite vun de biochimies Laboe vun der Uni Basel. Dës huet de Charel Betz, ee lëtzebuerger Doktorand iwwerholl. Et war no 4 Deeg am Ausland schéin mol rëm kënnen engem Lëtzebuerger nozelauschteren. Leider war déi Freed nëmme vu kuerzer Dauer well dunn ee Student eppes op Fachenglesch iwwer DNA erklärt huet, wat nëmmen 1 vun 10 Leit versteet (zur Info: mir waren zu 9...). Dunn huet de Charel eis eng Demo op engem vun him programméierte Roboter gewisen. Dës vollautomatesch Pipettéiermaschinn huet aus verschiddene Palette mat jee 96 klenge Reagenzglieser e bësse blo respektiv rout Flëssegkeet opgesaugt an ass dunn ëmmer rëm bei di nächst Palette gefuer wou en dat Gemësch rëm agesprëtzt huet a lues a lues huet en di Flëssegkeeten also mat ënnerschiddlechen Doséierunge vermëscht soudass zum Schluss all Palette e faarwegt Gemësch hat; d.h. an all Rei vun der Palette haten déi Reagenzglieser eng aner Faarfmëschung. Vu blo, gréng, giel, iwwer orange a rout bis mauve. Du si mer gewuer ginn dass dës computergesteiert Pipettéiermschinn dofir benotzt gëtt, fir Flëssegkeeten extrem genau ze mëschen a Fehler duerch di grouss Unzuel un identesche Mëschunge kënnen auszeschléissen.

Dunn huet nach eng léif Studentin eis eppes op Englesch iwwert seng Analysen u Fësch gewisen. Et huet sech dobäi ëm Zebra-Fësch gehandelt, déi extra vun hinne geziicht gi fir se ze analyséieren. Bei der Analyse geet et drëm festzestellen, wéi an der Embryophase vun engem Liewewiese sech d‘Bluttgefässzelle selwer fannen a matenee verbannen. Hat huet eis ee Fësch vun 2 Deeg ënnert dem Mikroskop gewisen, deen ongeféier 1mm laang war an dee kuerz virdrun an ee kënschtleche Schlof versat ginn ass. Sou konnt een also ënnert dem Mikroskop erkennen dass d’Häerz nach geschloen huet an dass d’Blutt duerch d’Vene gefloss ass. Zum Schluss huet de Charel eis nach e puer Demoe gewisen. Als lescht si mer dunn duerch dat ganzt Gebai gefouert gi wou en eis di vill Apparater gewisen huet di sou eng Uni huet. Dëst waren onzähleg vill Mikroskoper, Pipettéiermaschinnen, Desinfizéierapparater fir Reagenzglieser, Äismaschinnen, Demineraliséierapparater fir Leitungswasser a vill anerer. Während der ganzer Visite huet de Max méihsam un engem Männchen aus enger opgeblosener Latexhänsch geschafft, deen en dunn zum Schluss dem Charel festlech iwwerreecht huet, als Undenken un d’lëtzebuerger Ingenieuren. E krut awer och nach nodréiglech eppes géint den Duuscht, mir hate just Sonndes direkt näischt méi fonnt. Mir soen awer och deenen aneren Doktoranden ee grousse Merci dass si sech sonndes owes déi Zäit geholl hu fir all di Experimenter extra fir eis virzebereeden an ze demonstréieren.

Daniel Lux


We’ve got history…over 100 years of it……but that doesn’t stop us looking to the future. Goodyear was founded in 1898, and Dunlop in 1889. In 1999 we joined forces to create Goodyear Dunlop. And with history demonstrating leading edge technical innovations that made us successful individually, together we are part of one of the world’s largest tyre manufacturers, with over 69,000 associates worldwide, and presence on 6 continents.

Goodyear Dunlop sells tyres under a range of well known brand names: * Goodyear * Dunlop * Fulda * Pneumant * Sava * Debica

Located in Luxembourg, Colmar-Berg Goodyear Dunlop is one of the largest private employers in Luxembourg and is the most diversified site outside the United States,with approximately 3,100 associates and people from 52 different nationalities. When joining Goodyear, expect challenging assignments for every profiles in an environment that is supporting continuous learning and offering career development tailored to your qualifications, enthusiasm and ambitions. When we look into the future, we will be looking into the eyes of every consumer that buys tires and asking ourselves how we can meet and exceed their needs. Your world, if you choose a career with us, will be the same.

“Although being primary recognized for its excellence in tire engineering and production, Goodyear Dunlop offers outstanding opportunities in a world class procurement organization. Being the interface between our associates and suppliers, the Procurement team has one of the most varied and amazing jobs as dealing every day with different people from different countries on different topics. Working for Procurement requires strong communication skills, empathy, analytical skills, intercultural skills as well as the ability to adapt to continuous changes on he markets. That makes this workplace very interesting and challenging. Especially for me as a newcomer, I am really happy to work in such an professional environment providing me this steep learning curve”.

Jan GERHARDT – Student in Procurement Department – Thesis with Goodyear


Visite Tire Plant

bulli Wanter 2011 l 23

Visite Goodyear Dunlop Tire Plant aus méi Schichten. Do sinn engersäits 3 Schichten Drot déi an verschidde Richtunge geluecht gi fir déi maximal Stabilitéit ze garantéieren, an natierlech déi verschidde Schichte Gummi anersäits.

Déi 5. Visite vum Joer gëtt traditionell den Dag no der Foire de l’Etudiant gemaach. Dest Joer ware mer Goodyear Dunlop Tire Plant zu Kolmer-Bierg kucken an dat zesumme mat eise Frënn vun de Young Engineers vun der ALI. Kolmer-Bierg sinn zwar nëmmen eng 10 Minutten ze fuere vu mir doheem an trotzdem hunn ech et fäerdeg bruecht bal 10 Minutten ze spéit do ze sinn an dofir dësen Artikel „däerfen“ ze schreiwen. Nodeems mer eis all registréiert haten an een Badge krute konnt et lass goen. Als eicht ware mer an een Konferenzsall wou mir bei Kaffi a Medschen ee Virtrag iwwert d’Aktivitéite vun der Goodyear Dunlop um Standuert Kolmer-Bierg zu Lëtzebuerg vum Tom Laplume gehale kruten (nodeems dat mer erklärt krute wei mer bei deene verschidde Feieralarmen eis ze verhalen hunn). Nieft der Tire Plant, déi mer kucke waren, huet Goodyear Dunlop nach den Innovation Center an ee Mounting Center fir d’Pneuen (net nëmmen déi vu Goodyear Dunlop) op Felgen ze zeien an direkt sou ze verkafen. An der Tireplant ginn eng 3.000 (genau Zuele kann ech mech leider net méi erënneren) Pneue fir Camionen an ron 100 Earthmover (also déi deck Camionen déi an de Carrièrë fueren) Pneue fir den europäesche Marché gemaach. Ee Pneu besteet dobäi wei eng Zwiwwel

No der Presentatioun, a gestäerkt duerch de Kaffi, konnt et dunn an d’Fabrik goen. Do kruten mer fir d’eicht Vulkanisatioun gewise wou d’Pneuen duerch hetzt an hier endgülteg Form bruecht ginn, mir hunn also hannen ugefaang. Dat ass och de Grond firwat een an der Fabrik och am November a kuerzen Ärem a kuerzer Box hätte kenne ronderëm lafen. Op den nächste Statioune konnte mer dann nach verfollege wei de Gummi gemëscht an déi verschidde Stecker, fir de Pneu zesummen ze bauen, virbereet goufen. Dobäi gouf et déi eng oder aner Charge vun den Aarbechter, déi dach zimlech monoton gestallt war. Schlussendlech sinn mer do ukomm wou d’Pneue vun Hand zesummegesat ginn an da fäerdeg sinn fir vulkaniséiert ze ginn. Ofschléissend konnt mer nach kucke wei d’Pneue kontrolléiert ginn op se de heige Standarde vu Goodyear entspriechen. Dofir gëtt mat Laser d’Form ofgemooss a mat Röntgenstrahle Struktur vun dem Drootgeflecht iwwerpréift. No der Visite huet den Tom eis nach op eng oppen Diskussioun bei engem Bréitchen invitéiert wou mer Froen un hie stelle konnten. Z.B. Op en nach eng kéier géif do ufänken oder wei hien Zukunft vun Goodyear zu Lëtzebuerg gesäit. Et konnten en also nieft der Produktioun vu Pneuen och nach eppes iwwer d’Aarbecht vum Ingenieur op dëser Visite gewuere ginn. Zum Ofschloss gouf nach eng Foto virun der Dier gemaach, well am Gebai war et leider verbueden an domadder war och déi Visite erfollegräich op een Enn gaang. Yves Duhr


24 l bulli Wanter 2011

Foire de l’Etudiant

Foire de l’Etudiant 2011 ass et fier Neel mat sou weinech Schlei wei meiglech an een Baamstamm ze hummeren. Dest huet keen sou een direkten Zesummenhang mam Ingenieursstudium mee et wor eng flott Meiglechkeet fier mat den Schüler an d Gespreich ze kommen. Ausserdeem haaten dei meecht 2 lenker Haenn sou daat mir hinnen konnten rooden eischter studeieren ze goen wei een Handwierklesberuff unzefaenken ;). Opallenfall ass dei Noolympiad ziemlech gudd ukomm. Daat ganzt haaten mir an engem Bereisch mat Couchen an Stereo-anlag gemaach, sou daat vill Leit gemengt hun daat mir Ingenieuren ewer relax drop waeren, an daat sou een Studium dach och eng Iwerleeung waert wir. Eent vun den haapt Zieler dei d’ANEIL sech zur Aufgab gesaat huet ass d’ Schüler iwert den Ingenieursstudium an den Ingenieursberuff ze informeieren. Dofier woren mir selbstverstaendlech mat engem Stand op der foire de l’étudiant vertrueden. Des Geleenheet hun mir dann och genotzt eis nei Schülerinformatiounsbrochure den “Let’s engineer” vierzestellen an enert d’ Leit ze brengen. Natierlech hun mir dei brochuren bei eis um Stand verdeelt. Ausserdeem hun mir dem CEDIES an puer teschnechen Unien Exemplarer gin fier op hieren Staenn ze verdeelen, an sou dann och Reklamm fier d Aneil ze maachen. Fier d’ Opmierksamkeet vun den Schüler op eisen Stand ze zeien haaten mier eis e puer Saachen afaalen gelooss . Engerseits hun mir rem een Roboter vun der FANUC geleint kritt.(villmols Merci) Des keier kruuten mir een Delta-roboter deen Handy-coveren entgratet huet. (Respektiv huet heen sou gemaach wei-wann, well mir net genuch Rohlinge haaten fier emer neier ze entgraten.) Well mir awer och rem een klengt Gewennspill maachen wollten, hun mir och eng Noolympiad organiseiert. Dest kann een mat ziemlech weinech Mettelen organiseieren, et ass gesellesch an mecht Spass. Ziel

Waat d’Unzuel vun Schueler ugeet sinn mir ziemlech zefridden. Vill Schüler haaten zwar keng genau Froen an hun sech just eng brochure an vill bicer geholl an sen rem seier fortgaangen. Mee mat Verschiddenen konnt een sech awer richtech laang enerhaalen. An ech denken daat mir deenen och wierklech fier d’speidert Studium konnten helleffen . An deem Senn wellen mir och der ALI villmols merci soen, daat sie eis zeitweis geholleff hun . Insbesonech wor et fier d’Schüler interessant informatiounen vun Leit ze kreien dei am Ingenieursberuff schaffen. Pit Schmit


Déi méi lëscthteg Säiten

bulli Wanter 2011 l 25


D’ANEIL wënscht all hire Memberen, Sponseren a Frënn schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Mir freeën eis drop, iech 2012 erëm ze gesinn.


bulli 2011_4  
bulli 2011_4  

ANEIL bulli 2011_4

Advertisement