Page 1

bulli

Hierscht 2011

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


2 l bulli Hierscht 2011

Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2011 5 Visite vun der Brasserie Nationale (Bofferding) 7 Brunching for Young Engineers 12 Visite vun der Kläranlag Miersch 15 Foire17 Déi méi lëschteg Säiten 18

Impressum Responsablen Editeur Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren Steve Hoscheid, Max Schmitz, Pit Schmit, Joé Welter , Pit Demuth Chefredakteren Luc Frantzen , Max Schmitz Layout Max Schmitz Cover Foto Rotarex Luxembourg © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com Drock Imprimerie Centrale

De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.


Virwuert

bulli Hierscht 2011 l 3

Virwuert

Léif Memberen,

och wann d’Wieder et sech nach net umierke léisst steet den Hierscht virun der Dir a soumat ass et och Zäit fir een neie bulli. An de leschte puer Méint ass dann och rëm e bëssen eppes an der ANEIL geschitt iwwer dat mer iech hei wëlle berichten. Et stoungen zwou interessant Visiten um Programm. Déi eng am Juni bei der Brasserie Nationale, wou Bofferding a Battin gebraut gëtt (Grond genuch fir sech déi Saach eemol méi genau unzekucken) an déi aner Enn September um Chantier vun der Kläranlag zu Miersch, wou eng ganz nei Anlag zwëschent déi al gebaut gëtt während dës nach am Betrib ass. Mëtt September ware mer dann awer och 4 Deeg an d’Schwäiz op eis Rees. Ween net mat war (an dat si schliisslech déi meescht vun iech) huet do wierklech eng verpasst, muss sech awer bis de Wanter gedëllege wou mer ee komplette Bericht iwwer d’Rees an de bulli bréngen. Leider zum gläichen Zäitpunkt wéi eise Rees hunn déi Jonk vun der ALI dann och hiren zweete Brunching for Young Engineers organiséiert, een

Evenement wou een erfollegräiche lëtzebuerger Ingenieur vu sengen Erfahrungen erzielt an dono fir jonk Ingenieuren d’Geleeënheet besteet sech ënnereneen auszetauschen. Dësen Event ass och fir Studenten interessant an dofir stellen si en och an dësem bulli nach eemol vir. Eis nächst grouss Aktivitéit wäert am November d’Foire de l’Etudient sinn, wou mer dëst Joer mat engem neien, opgefrëschten a méi grousse Stand wäerte vertruede sinn. Fir dës Foire brénge mer och eis nei Informatiounsbroschür fir Schüler eraus, wou kuerz a knapp den Ingénieursstudium a seng verschidde Richtunge beschriwwe ginn an dee mir komplementar an als Astig zur décker Broschür vum CEDIES gesinn. Samschdes no der Foire wäert dann och eis nächst Visite bei Goodyear stattfannen op déi ech iech heimat schon häerzlech invitéieren. Ech wënschen iech wéi ëmmer vill Spaass beim Liese vum bulli. Bis geschwënn

Max


D’ANEIL op der Foire de l’Etudiant 2011

Donneschdes a Freides den 10. an 11. Oktober 2011 Wéi all Joer ass d’ANEIL och dëst Joer op der Foire de l’Etudiant vertruede fir d’Schüler an zukünfteg Studenten iwwer de Studium an de Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Dëst Joer ginn et awer och e puer Neierungen. Sou brénge mer pünktlech fir d’Foire eng ganz nei Broschür eraus déi de Schüler vereinfacht d’Ënnerscheeder zwëschen deene verschiddene Studiegäng erkläert. Zousätzlech hu mer first dëst Joer eise Stand méi grouss gemaach an opgefrëscht a mir hu virmëttes och jeweils e jonken Ingenieur vun der ALI um Stand dee méi iwwer d’Beruffswelt kann erzielen. Zu gudder lescht wäerte mer op eisem Stand schon e bëssen ee Projet virstellen deen am Moment nach ausgeschafft gëtt. An zwar ass dat de Präiss vun der Fondation Enovos deen ab nächstem Joer déi bescht Ingenieursstudenten auszechent. Et lount sech also definitiv och fir Studenten eemol laanscht ze kommen.


bulli Hierscht 2011 l 5

Comité 2011

Comité 2011 Max Schmitz

Pit Demuth

Zürich Maschinenbau

Karlsruhe Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 5955281

+352 661 799369 +49 176 37546432

max.schmitz@aneil.lu

pit.demuth@aneil.lu

Pol Dax

Jean-Luc Rippinger

Oochen Maschinenbau

München Luft- und Raumfahrt

+352 661 672650 +49 178 1863134

+352 621 132330 +49 176 63142436

pol.dax@aneil.lu

jean-luc.rippinger@aneil.lu

Yves Roth

Luc Frantzen

President

Secrétaire

Responsable Studieninfo Karlsruhe Maschinenbau +352 691 915070 +49 151 29110894

Vice-Président

Trésorier

Délégué aux publications Oochen Bauingenieur

yves.roth@aneil.lu

+352 691 567019 +49 176 22997290 luc.frantzen@aneil.lu

Pit Schmit

Jules Petit

Délégué aux publications

Oochen Maschinenbau

Responsable partenaires Zürich Maschinenbau

+352 691 880152 pit.schmit@aneil.lu

+352 661 474328 +41 76 5403833 jules.petit@aneil.lu

Yves Duhr

Danièle Mousel

Gestion fichiers & Internet Oochen Informatik +352 621 483134 +49 178 8929370 yves.duhr@aneil.lu

Membre Coopté

Oochen Entsorgungsingenieur +352 661 914213 +49 176 20336956 daniele.mousel@aneil.lu


Petite flamme

Grands avantages

Ecologique - Confortable - Fiable

  

 

    

 

     



               



                 

  

              

        

www.best.lu


Visite Brasserie Nationale

bulli Hierscht 2011 l 7

Visite vun der Brasserie Nationale (Bofferding)

Sonndes moies de 25. Juni, hunn sech e pur motivéiert Ingenieursstudente getraff fir engVisite bei Bofferding an der südlecher Brauereistad Nidderkäerjeng. Den Ufank vun der Visite war bei de Kessele wou de Béier gebraut gëtt. Do hu mir och dunn e klenge Video gekuckt wéi de gudde Béier entsteet. Duerno si mir dunn an de Beräich vun den Inhalter vum Béier komm. Happ a Malz goufe virgestallt. Do krute mir och schon den éischte Patt (Waasser). Waasser mécht jo de gréisste Bestanddeel vum Béier aus a kënnt am Fall vu Bofferding aus der brasserieeegener Quell, direkt ënnert der Brauerei. Et brauch ee 6 Liter Waasser fir ee Liter Béier ze brauen.

Uschléissend si mir dunn an de Keller gaange wou een déi grouss Lagertanke gesäit, déi och vu bausse siichtbar sinn. Do ass et och deen éischten (an zweete) richtege Patt ginn. Et war ee Gezwickelten, dat heescht ee Béier deen nach net filteréiert ginn ass, an also nach Hief enthält, direkt aus dem Tank. Et war mëtterweil halwer 11. Vun do aus si mir laanscht déi nei, modern Spullanlag gaangen déi déi ganz Produktiounskett spulle kann. Duerch dës modern Anlag gëtt vill Waasser gespuert an d‘Ëmwelt manner belaascht. No enger kuerzer Videopresentatioun krute mir dunn och eng Béierdrëpp ze schmaachen, distilléierte Béier also, de esou genannte Gréngen Antigel. 10h40. Virun 2 Joer krut Bofferding eng nei Fläschenafëllungsanlag déi mer eis dono ugekuckt hunn. Leider ware mir Sonndes do a konnten déi impressionant Anlag net am live Betrib gesinn. Zum Schluss hu mir nach Museestécker gewise krut ënnert deenen och en ale Stroumgenerator war, dës massiv Maschinn huet fréier de Stroum fir d‘Brauerei geliwwert, well dat ëffentlecht Netz net stabil a leeschtungsfäeg genuch war. No der ganzer Visite si mir nach zu engem gemittleche Patt an der brauereieegener Buvette


Je prépare les projets de demain. Mir br é nge n iec h w e ide r

FL - Ann. 210x280.indd 4

Christiane S. / ingénieur développer la mobilité de demain, c’est innover avec des infrastructures modernes et des technologies de pointe. c’est aussi investir dans le capital humain. Les cFL comptent près de 3400 employés formés à toutes les professions. engagés, dévoués, responsables, ce sont eux qui veillent à ce que vos déplacements se fassent en tout confort et en toute sécurité. www.cfl.lu

14/06/10 11:04:40


0

bulli Hierscht 2011 l 9

Visite Brasserie Nationale

zesumme kommen, wou eise frëndleche Guide eis nach déi eng oder aner Geschicht erzielt huet. Konditioun war et hei, als éischt ee Bofferding ze schmaachen ier mer da konnten déi ganz Palette vu Battin (deen och vun der Brasserie Nationale gebraut gëtt) probéieren. No den zweeten, drëtten oder véierte Pätt sinn mir nach zu Nidderkäerjeng Iesse gaangen, wou mir dunn duerch Zoufall nieft dem Minister Biltgen souzen. D‘ANEIL huet déi Geleeënheet genotzt fir him un d‘Häerz ze leeë fir méi Schüler ze motivéiere fir en Ingenieur-Studium unzefänken.

Steve Hoscheid


OUR PEOPLE MAKE THE DIFFERENCE • World leader in Ironmaking Technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure projects

Paul Wurth Group offers study related and / or professional opportunities for future or newly graduated engineers, ready to join a challenging adventure in a demanding international environment.

[RFI/LKL/SCA/JoinTheAdventure-colour-A4-Innovation_rev2.indd/R0/29.11.2010]

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company, please send your application to career@paulwurth.com or contact Dorothee PFANDER • Tel. (+352) 4970-2269

Paul Wurth S.A. Human Resources • 32, rue d’Alsace • P.O. Box 2233 • L-1022 Luxembourg

Visit our website www.paulwurth.com


La recherche a de l’avenir, alors rejoignez-nous !

Intéressé(e) ? Découvrez nos opportunités sur www.tudor.lu/jobs


12 l bulli Hierscht 2011

Brunching for Young Engineers

Brunching for Young Engineers

De 17. September 2011 war et erëm esou wäit. Op engem gemittleche Samschdegmueren huet d’Association Luxembourgeoise des Ingénieurs (ALI) op hiren 2ten Brunching invitéiert. Nodeems am Juni 2011 deen éischte Brunching organiséiert gi war an 35 jonk Ingenieuren de Wee an d’Stad op de Siège vu Paul Wurth fonnt haten, ass och déi zweet Kéier de Site vun der Firma Paul Wurth der ALI zur Verfügung gestallt gi well den neie “Foyer Technique” um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte nach net bezuchsfäerdeg ass. No engem gelongene Start bei dem éischte Brunching am Juni 2011, sinn d’Umellunge bei dem zweeten Evenement iwwer 40 erausgaangen. Kuerz no 11:00 Auer haten sech déi Meescht an dem Sall afonnt. Bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch war dunn d’Méiglechkeet do fir sech besser kennenzeléiren an Erfahrungen auszetauschen. Doduerch dass vill Ingenieuren nach dobäi sinn eng Dokteraarbecht ze schreiwen oder am Ausland geschafft haten an eréischt grad oder schon länger zeréck am Land sinn, war et immens interessant sech déi eenzel Weeër unzehéieren. Bei dem éischte Brunching am Juni 2011 hat de

Philippe Osch eis mat ganz vill Enthusiasmus säi Wee vun der Universitéit bis zu senger aktueller Fima “Hitec Letzebuerg” méi no bruecht. Iwwert d’Schwäiz wou hien op der ETH, Eidgenössischen Technischen Hochschule, studéiert huet ass hien säi Wee gaangen. Iwwert een Openthalt an der Vollécksrepublik China bis hin zu enger Studienaarbecht an England an an Ungarn huet hie schlussendlech seng lescht Joeren op der Technescher Universitéit vun Delft ofgeschloss, wou hien och seng zukünfteg Fra kennegeléiert huet. No 4 Joer an Holland huet et hien Enn 2010 erëm zeréck op Lëtzebuerg gezunn, wou hien haut bei Hitec als Project Manager schafft. Fir den zweete Brunching hu mir ee Présentateur gesicht, dee schon méi Sparte vun Aarbechtsberäicher duerch gemaach hat fir d’Viran och d’Nodeeler hei méi am Detail ze beliichten. Mam Alain Jungen hate mir den optimalen Ingenieur fonnt. Den Alain huet op der EPFL zu Lausanne studéiert. Nodeems hien säi Master am “Microengineering” bei der Firma Zyvex Corporation an Amerika (Texas) ofgeschloss hat, ass hien zréck an d’Schwäiz gaangen, an huet dunn mat engem PhD am Beräich Nano-physik op der ETH zu Zürich ofgeschloss. Als éischt huet den Alain zu Zürich als


Brunching for Young Engineers

onofhängege Beroder geschafft bis dat hien dunn no e puer Joer zeréck op Lëtzebuerg koum, wou hie bei der ELTH zu Steesel geschafft huet. No ganz interessante Joeren zu Steesel ass den Alain haut bei der CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) an der Stad als Méthodolog. No dëser ganz interessanter Presentatioun ass dunn de Brunch servéiert ginn. Den excellente Catering, dee vun der Firma Paul Wurth finanzéiert ginn ass, huet den Event dunn ofgeronnt. Bei gemittlecher Musek am Hannergrond war d’Méiglechkeet fir een deen anere kennenzeléiren an iwwert Ingenieursthemen an aner interessant Projeten ze schwätzen. Ofschléissend sinn dës zwee éischt Evenementer an dëser Konstellatioun ganz gutt ukomm an de Groupe de Travail (Yves Leiner, Philippe Wirtz, Philippe Osch, Benoit Thix, Ilias Zerktounis, Micky Dauphin, Joé Welter) mécht an Zukunft alles dofir, fir dass d’Brunchingen nach mei interessant an lieweg ginn.

bulli Hierscht 2011 l 13

D’ALI invitéiert Iech zum Schluss nach ganz häerzlech op den nächste Brunching fir Enn November 2011 am neie Foyer Technique.

Un dëser Stell soe mir der Firma Paul Wurth, Merci fir zur Verfügung stelle vum Sall an dem Catering, Merci och dem Alain Jungen fir seng Presentatioun, dem Mireille Thill vun der ALI ee ganz grousse Merci fir d’Hëllef bei der Organisatioun an zum Schluss och dem ganze Groupe de Travail fir déi super Aarbecht.

Joé Welter

Dir fannt d’ALI och als Grupp op Facebook an op LinkedIn ënner dem Numm “Association Luxembourgeoise des Ingénieurs” wou der emmer aktuell Infos zu hiren Events kritt.


Passionnés par la recherche ? Découvrez un monde d’opportunités sur le Portail luxembourgeois de l’innovation et de la recherche. Ce portail est la source d’informations de référence en matière d’innovation et de R&D au Luxembourg. Un outil indispensable pour connaître les acteurs de la recherche au Luxembourg, découvrir leurs compétences, vous informer sur les perspectives d’avenir, et suivre toute l’actualité du secteur.

www.innovation.public.lu L’innovation et la recherche commencent ici.

Avec le soutien de :

Union européenne Fonds européen de développement régional

Investit dans votre avenir


bulli Hierscht 2011 l 15

Visite Kläranlag Miersch

Visite vun der Kläranlag Miersch Si ass zu Miersch an de 60er Joeren an direkter Noperschaft vum Schluechthaus gebaut ginn an op dëse Besoin konzipéiert ginn (grouss Chargen a wéineg Waasser). Mat der Entwécklung vun den Dierfer, di méi grouss gi sinn, goung d‘Kapazitéit net méi duer. Duerfir ass geplangt ginn d’Kläranlag se vergréisseren. Well genuch Platz do ass, gëtt lo di nei Kläranlag direkt niewent di al gebaut mat deem Problem, dass di al muss weider funktionéiere bis déi nei Kläranlag fäerdeg ass. Geplangt ass dass se fir am Joer 2014 soll ganz a Betrib goen. Di nei Kläranlag gëtt an 3 Etappe gebaut. Do virdrun hunn awer nach missen e puer Ännerungen um ale System gemaach ginn, fir dass et méiglech gëtt di nei Anlag ze bauen. E Samschdeg, 24. September 2011 huet de Bureau d’études Schroeder & Associés op d’Kläranlag vu Miersch-Biereng, di vun der SIDERO (Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux Résiduaires de l’Ouest) bedriwwe gëtt, agelueden. 15 Ingenieursstudente goufen op der Platz vum Thierry Flies an dem Dan Zanitzer vu Schroeder & Associés an dem Jean Weicherding an dem Nathalie Welter vun der SIDERO empfaangen. No enger Taass Kaffi, Waasser oder Jus, wou op déi läscht Retardaire gewaart gouf, huet den Thierry eng kuerz Presentatioun iwwert de Site vun der Kläranlag Miersch gemaach. D’Kläranlag Miersch botzt d‘Ofwaasser vun de Gemenge Walfer, Steesel, Lorentzweiler, Lintgen a Miersch. Dës Gemenge leien alleguer um Bord vun der Uelzecht an sammelen d’Ofwaasser iwwert parallel zur Uelzecht verlaafend Réier. An dësem Kanalsystem befannen sech Bassins de Retension fir di Deeg wou iwwerduerchschnëttlech vill Waasser muss gekläert ginn (Deeg wou et extrem vill reent). Bis virun e puer Joer ass all dat Waasser vun der „aler“ Kläranlag vun Miersch verschafft ginn, di eng Kapazitéit hat vu 25 000 EW huet (Einwohnerbeiwert: Quantitéit Waaser, di ee Mënsch pro Dag verbraucht).

No der Virféierung vun enger Animatioun vun der neier Kläranlag (eng Bachelorarbecht vu 4 Méint) goung eraus an d‘frësch Loft. Den Här Zanitzer, deen de Projet betreit, huet ons eng Visite Guidée vum Chantier gemaach. Ugefangen hu mir bei deene 4 neien Archimedes-Schnecken (17 Meter laang, di längsten aus dem Land). Si transportéieren Ofwaasser vum déifsten Niveau vun der Kläranlag op den héchste Punkt. Sou kann dat physikalesch Gesetz vun der Schweierkraaft antrieden an d’Waasser leeft di ganzen Zäite biergof. No de Schnecke gëtt


16 l bulli Hierscht 2011

Visite Kläranlag Miersch

de beschte Konditioune kënnen entwéckelen. Di Bakterien di gebraucht ginn, bilden sech selwer virun. Nodeems d’Schmotzwaasser laang genuch gekläert ginn ass an d’Waasser räich un C-, N-, an P-Stoffer ass, di sech zum gréissten Deel am Schlamm befannen, gëtt et an den Nachklärbecke gelooss, wou de Schlamm sech duerch Gravitatioun op de Buedem an dat proppert Waasser iwwert de Beckenrand erausleeft an direkt an d‘Uelzecht zeréckgefouert gëtt.

d’Waasser mechanesch gerengegt duerch Siften, wou de grobe Schmotz erausgefiltert gëtt. Di nächst Etapp ass de Sandfang mam integréierte Fettfang. D’Geschwindegkeet vum Waasser gëtt erofgesat an duerch Loftblosen “ëmgewalzt”. Sou kann de Sand sech lues a lues op de Buedem setzen an d’Fett, wat bekanntlech méi liicht wéi d’Waasser ass gëtt an eng speziell Rigole „geblosen“. Duerch eng Pompel gëtt de Sand vum Buedem opgesaugt a Fett vum Waasser erofgeschappt. De Sand gëtt duerno gewäsch fir spéider als Bausand op enger anerer Baustell agebaut ze ginn. Dat mechanesch gebotzte Waasser gëtt an e Virklärbecke gelooss, wou et mat Bakterien ugeräichert gëtt, déi den Ufank vum biologesche Prozess sinn. D’Bakterië setzen sech op d’Schmotzpartikelen an zersetzen se an di eeenzel Bestanddeeler. Genau wéi bei de Schnéiflacken, di sech zesummendi fir duerno eng eenzel schwéier genuch Flack ze bilde fir op de Buedem ze falen, genau sou entsteet eng Schlammflack. Alles dat geschitt am Haaptklärungsbecken, wou d’Waasser nach mat Sauerstoff ugeräichert gëtt fir dass de Prozess vun der Schlammbildung sech ënnert

Di ganz Prozesser an der Kläranlag ginn duerch Prouwe vum Waasserwirtschaftsamt kontrolléiert. De Bau vun den neie Kläranlage entlaang der Uelzecht (Schëffleng, Beetebuerg, Beggen a Miersch) huet zum Ziel d’Waasser vun der Uelzecht méi propper ze maache fir besser Liewensbedingunge fir di eenheemesch Fësch z‘erzielen. De Schlamm gëtt a Faultierm opgefaangen a gedréchent. Beim Dréchne vum Schlamm ënnert anaerobë Bedingungen (kee Sauerstoff ) bild sech eng Gärung, well de Schlamm voller C-Elementer ass. Dobäi entsteet Methan (Biogas), deen eng Turbin an e Generator undreift an elektresche Stroum produzéiert. Dëse Stroum gëtt genotzt fir all di Maschinnen ze bedreiwen, di op der Kläranlag stinn. Fir 2015 sollen déi 3 Bauphasen ofgeschloss sinn. Di Miersch-Bierenger Kläranlag kann da Waassermenge vu 75 000 EW ophuelen a botzen. E grousse Merci un de SIDERO an un de Bureau d’étude Schroeder et Associés. Pit Demuth


Foire fir interesséiert Ingenieuren

bulli Hierscht 2011 l 17

Foire fir interesséiert Ingenieuren 18. - 20.10.2010 München 14. Internationale Fachmesse für Werkstoffanwendung, Oberflächen und Product Engeneering www.materialica.de 18. - 20.10.2010 München 3. Internationale Messe für Elektromobilität www.ecartec.de

27. - 30.10.2010 Nürnberg Internationale Fachmesse „Ideen-Erfindungen-Neuheiten“ www.iena.de

29. - 01.11.2010 Ulm Energietage www.uag.de

3. - 6.11.2010 Zürich Auto Zürich www.auto-zuerich.ch

28. - 30.11.2010 Aachen Firmenkontaktmesse www.bonding.de


18 l bulli Hierscht 2011

Déi méi leschteg Säiten

Déi méi lëschteg Säiten Bei ons op der Uni, hunn e puer Witzbolden Schwäin um Campus lafen gelooss. Vierdrun hunn si mat Faarf „1“, „2“, a „4“ op d‘Schwäi geschriwwen. Eng Woch laang hunn se op der Uni nom drëtte Schwäi gesicht... Mëndlech Prüfung an der Physik. Op der Heizung läit eng Zill. De Proff freet: „Wisou ass d‘Zill uewe méi waarm wéi ënnen?“ Student: „Hmmm, mat Konvektioun an sou??“ Prof: „Nee, ech hunn se grad ëmgedréint.“ Déi lescht Wierder vun: engem Physiker: „Sou, da probéiere mer et mol..“ engem Ingenieur: „Mir hunn ee Sécherheetsfaktor vu 4.“

Zum Schluss vun engem Bewerbungsgespréich freet de Personalchef den neien Ingenieur, wat deen sech dann sou als Pei géing vierstellen. „Oh soe mer sou 6000-8000 netto?“ De Personalchef: „hmm jo, wat géings de da vun sou 8 Woche Wakanz, enger Zousatzpensioun a vun engem neie Firmenauto all 2 Joer soen?“ Den Ingenieur: „Wowww, maacht dir de Geck mat mir?“ De Personalchef: „Jo, mee du hues ugefaangen.“ Eng Studentin am Virliesungssall freet de Proff: „Firwat brummt deen Trafo dohanne do vir eigentlech esou?“ De Proff: „Wann Dir 50 Perioden an der Sekonn hätt, da géift Dir och brummen!“


bulli 2011_3  
bulli 2011_3  

aneil bulli 2011_3

Advertisement