Page 1

bulli

Fréijoer 2011

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois


2 l bulli Fréijoer 2011

Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2011 5 D’ANEIL am Internet 7 Den neie Comité stellt sech vir 8 Visite Luxlait 15 Assemblée Générale 19 Visite SIDOR 20 Foire fir interesséiert Ingenieuren 24 Déi méi lëschteg Säiten 26

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Yves Duhr, Jean-Luc Rippinger, Luc Frantzen Chefredakteren: Luc Frantzen, Pit Schmit Layout: Max Schmitz Cover Foto: CRP Gabriel LIPPMANN © Bohumil KOSTOHRYZ www.boshua.com Drock: Imprimerie Centrale

De Bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.


bulli Fréijoer 2011 l 3

Virwuert

Virwuert Léif Memberen,

säit gutt 3 Méint ass lo schon deen neie Comité um Wierk an deen huet och scho gutt geschafft. Déi Opmierksam ënner iech hu festgestallt dass de Bulli een neit Ausgesi krut dat e bësse méi modern ass an iech hoffentlech och gefällt. Weiderhinn huet sech op eiser Homepage, déi Enn Dezember erneiert ginn ass, nach e bëssen eppes gedoen. Zum Beispill kann een do lo all déi al Bullien duerchbliederen an déi al Fotoe vun de Visiten a Reese kucke goen. Et lount sech also eemol laanscht kucken ze goen. Mir waren och schon a 6 Lycéen Schüler iwwer den Ingénieursstudium a -beruff informéieren an haten am Februar eis éischt Visite bei der SIDOR zu Leideléng. Déi nächst vun eisen insgesamt 6 Visiten dëst Joer fënnt Karfreideg den 22. Abrëll um 9 Auer bei der CFL Cargo zu Beetebuerg statt, wou mer hire Logistiksystem wäerte kenneléieren. Dee selwechten Dag mëttes um 3 Auer luede mer dann zu eiser traditioneller Table Ronde an der Chambre de Commerce, wou der a relaxer Atmosphär Kontakt mat lëtzebuerger Firmen ophuelen an iech no Stage- an Aarbechtsplazen informéiere kënnt. Eng Geleeënheet déi der iech net sollt entgoë loossen. Gekréint gëtt dann den Dag duerch eise Fräibéier owes ab 21 Auer am Scott’s Pub am Gronn. Ech hoffen also mir gesinn eis Karfreideg, am léifsten direkt op deenen 3 Aktivitéiten a wënschen iech vill Spaass beim Liese vun dësem Bulli.

Äre President Max Schmitz


bulli Fréijoer 2011 l 5

Comité 2011

Comité 2011 Max Schmitz

Pit Demuth

Zürich Maschinenbau

Karlsruhe Bauingenieur

+352 691 676615 +41 79 5955281

+352 661 799369 +49 176 37546432

max.schmitz@aneil.lu

pit.demuth@aneil.lu

Pol Dax

Jean-Luc Rippinger

Oochen Maschinenbau

München Luft- und Raumfahrt

+352 661 672650 +49 178 1863134

+352 621 132330 +49 176 63142436

pol.dax@aneil.lu

jean-luc.rippinger@aneil.lu

Yves Roth

Luc Frantzen

President

Secrétaire

Responsable Studieninfo Karlsruhe Maschinenbau +352 691 915070 +49 151 29110894

Vice-Président

Trésorier

Délégué aux publications Oochen Bauingenieur

yves.roth@aneil.lu

+352 691 567019 +49 176 22997290 luc.frantzen@aneil.lu

Pit Schmit

Jules Petit

Délégué aux publications

Oochen Maschinenbau

Responsable partenaires Zürich Maschinenbau

+352 691 880152 pit.schmit@aneil.lu

+352 661 474328 +41 76 5403833 jules.petit@aneil.lu

Yves Duhr

Danièle Mousel

Gestion fichiers & Internet Oochen Informatik +352 621 483134 +49 178 8929370 yves.duhr@aneil.lu

Membre Coopté

Oochen Entsorgungsingenieur +352 661 914213 +49 176 20336956 daniele.mousel@aneil.lu


Employing over 1600 people, covering markets worldwide from Luxembourg to Australia and operating 7 production facilities, Landewyck Group stands for a global and dynamic player active in tobacco, wholesale distribution, engineering and printing.

LANDEWYCK GROUP c/o Human Ressources 31, rue de Hollerich B.P. 2202 L-1022 Luxembourg Tel.: +352 49 39 39-1 info@lag.lu www.lag.lu


D’ANEIL am Internet

bulli Fréijoer 2011 l 7

D’ANEIL am Internet

Léif Bulli Lieser, net nëmmen de Bulli ass a engem neien Design mä och d’Homepage vun der ANEIL. Mat dem neien Design soll d’Homepage méi interaktiv ginn. Dofir kënnt der lo nei déi al Bullien direkt op der Homepage liesen a Fotoe vun de leschte Visiten a Reesen ukucken. Doniewent probéiere mir d’Säit nach méi Informativ ze gestallten, fir datt zukünfteg Ingenieur Studenten déi Informatioune fannen déi se brauchen an net herno beim Konschtstudium landen. Mir wäerten an Zukunft och nach weider un der Säit schaffe fir se stänneg ze verbesseren. Dir kënnt do mathëllefen andeem der är Ideeën un eis schéckt (komitee@aneil.lu). Mir freeën eis och Fotoen déi dir bei de Reesen a Visite gemaach hutt op der Homepage ze publizéieren. Yves Duhr Responsable Site Internet


8 l bulli Fréijoer 2011

den neie Comité stellt sech vir

Den neie Comité stellt sech vir

Max Schmitz Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

24.08.1988 Lëtzebuerg President Zürich

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Maschinnebau Energie/Erneierbar Energie HS 07 SS 12

Don’t Like

Swimming Luxembourg, ANEIL, LSZ Pulp Fiction, Napoleon Dynamite, 300, The Hangover Californication, The Big Bang Theory, Breaking Bad Bob Dylan, Rolling Stones, The Doors, Lou Reed Schwammen, Schi fueren Italienesch, Chinesesch a villes méi Ios, New York, Bologna, Californien, Piemont Battin, Rheintaler Maisbier, Simon Pils

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

net wierklech.. Haialarm auf Mallorca HIMYM Season 5 alles wat de Jules lauschtert wann ech et selwer muss spille: Fussball ETH Mensa do fält mer keng an, haaptsaach Vakanz Turbinenbräu

Pol Dax Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

13.03.1986 Brouch Secrétaire Oochen

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Maschinebau Fertigungstechnik 2005 ?

Don’t Like

AVL, Oochener Männerchouer Sin City, The Godfather, The Simpsons : The Movie Two and a half Men, The Simpsons, Family Guy Metallica, AC-DC, Airbourne, Haaptsach rockeg Velofueren, Beachvolley Alles waat ech selwer kachen (Rouladen), asiatesch USA Diekirch, Aventinius

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Béier

/ The Ghostwriter Germany‘s next Topmodel sou zimlech alles waat um Radio leeft reiden / Bofferdeng an sou zimlech alles waat een an Deitschland sou ze drenken kritt


bulli Fréijoer 2011 l 9

den neie Comité stellt sech vir

Pit Demuth Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

10.05.1986 Leideleng Vice-Président Karlsruhe

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Bauingenieurwesen Raum- und Infrastrukturplanung WS 06/07 SS 11

Don’t Like

LGL, AELK, ANEIL Die Hard I-IV How I Met You Mother, Two and a Half Man, Scrubs Deitschen Rock a Pop Laafen alles wat Gudd ass iwwerall wou et warm ass Simon, Battin, Hoepfne

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

/ daitsch Schnulzen Malcolm Mittendrin, CSI / Fëschen alles wat greng ass / Mohninger

Jean-Luc Rippinger Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

13.11.1986 Esch Tresorier München

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Luft- und Raumfahrt Numerische Simulation WS 06/07 SS 12

Don’t Like

ANEIL, Scouten, LSM, Bayern München Star Wars, Saving Private Rayn, Eraser Friends, Californication Muse, Les McCann, Duke Ellington Fussball, Velofueren, Skifueren Alles wat schmaacht Skifueren Augstiner Helles, Battin

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Schalke 04 Scary Movie Desperate Housewives Reggae Golf D’Iessen an der TU Mensa / Orval


10 l bulli Fréijoer 2011

den neie Comité stellt sech vir

Yves Roth Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

04.02.1987 Lamadelaine Studieninfo Karlsruhe

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Maschinnebau Produktentwicklung und Konstruktion 2006 2013-2014-2015?

Don’t Like

AELK, ANEIL, FFL Hangover, Black Swan waat su leeft Trance, House, Dance Beachvolleyball, Schwammen Chinesech Sommer Strand Guinness, Diekirch

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Fussballclib... / Dei Hausfrauen Dingsdas Techno Laafen / / Méteor

Pit Schmit Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

22.07.1986 Bridel Bulli Oochen

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Maschinnebau Medizintechnik WS05/06 2012

Don’t Like

X3M, Aneil Forrest Gump Two and a Half Men Rolling Stones, Dire Straits Triathlon, klammen Mediterranean Kichen Sonn, Plage an Mier Erdinger Alkoholfrei

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

/ Star Wars / Justin Bieber Fiederball zevill Fett Croisièren /


bulli Fréijoer 2011 l 11

den neie Comité stellt sech vir

Luc Frantzen Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

14.01.1986 Beetebuerg Bulli Oochen

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienënn

Bauingénieur Konstruktiv WS 05/06 SS 12

Don’t Like

Aneil, AVL, LGS, Alemannia Aachen Departed, Lord of War, Body of Lies, Gran Torino Two and a Half Men, Scrubs, How i met your Mother Clapton, Mando Diao, Audioslave, Pink Floyd Laafen, Schwammen, Beachvolleyball Carpaccio, Pizza, Cordon Bleu New York, London, Gorge du Verdon Diekirch, Beck’s, Killkenny

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

/ The Tourist, Benjamin Button CSI Miami, EUReKA Hip Hop a Reggae Fussball alles wat am Waasser lieft Barcelona König Pilsener

Jules Petit Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

28.11.1987 Lëtzebuerg Table Ronde Zürich

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Machinebau Energie / Erneierbar Energie HS 07 SS 12

Don’t Like

ANEIL, Les Aigles, LSZ Lars and the real girl cf Max Ratatat Laafen, Schwammen, Kitesurf, Snowboard Yummy yummy yummy I‘ve got love in my tummy gëtt et zu Zürich net :-P Wat ass dat? ;)

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Jickeveräiner / / Justin Bieber / Banannen Skivakanz am Summer wann e waarm ass


12 l bulli Fréijoer 2011

den neie Comité stellt sech vir

Yves Duhr Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

07.08.1986 Mäerzeg Homepage Oochen

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Doktorad Informatik Automotive Software 2005 2014

Don’t Like

Alemannia Aachen, F.C. Barcelona, ANEIL, AVL Godfather, The good, the bad and the ugly How I met your mother, Big Bang Theory Kennt op den Dag un Fußball, Boxen, Rugby Nudelen, Thai Südostasien, Amerika Diekirch, Simon

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Italiänesch Fußball Veräiner Benjamin Button Vampire Diaries Death-Metal, Hardcore Techno, Rave / Uebstzalot / Mousel

Danièle Mousel Gebuertsdatum Uertschaft Charge Uni-Stad

22.04.1986 Heisdorf Mem. Coopté Oochen

Like

Veräin Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Studium Verdéiwung Studienufank Studienenn

Entsorgungsingenieur Siedlungswasserwirtschaft WS 05/06 04/2011

Don’t Like

ANEIL, AVL Forrest Gump, King’s Speech, Despicable Me HIMYM, Desperate Housewives, LOST Indie, Alternative, Oochener Männerchouer Laafen, Schwammen, Kontakthüpfen Pizza, Pasta, Zalot Plage, Stied Diekirch, Beck’s

Hobby Film Serien Musek Sport Iessen Vakanz Béier

Botzen, raumen, moies fréi opstoen déi vergiessen ech emmer séier fir schlecht Serien ze gucken hunn ech dach keng Zäit Hip Hop, Schranz d’ Motiviatiounsproblemer di domat verbonnen sinn Fleesch wat nemmen aus Speck a Schanken besteet New York an d Bierger deen deen et alt mol versehentlech zefill drénkt


Oil Curse in Nigeria

www.luxinnovation.lu

Accès Aux financements nAtionAux et européens / Mise en relAtion Avec des partenaires scientifiques et tecHnoloGiques / trAnsfert de technologies / créAtion et AniMAtion de clusters / créAtion de start-up et incuBation / Valorisation des résultAts de lA recHercHe inforMAtion sur lA propriété intellectuelle / proMotion de lA créatiVité et du design


Inter ne t ban k i n g

Moi ? C’est deux fois par semaine… Quand je me suis connectée pour la première fois, je ne savais pas trop à quoi m’attendre. Depuis, mes habitudes ont changé. Aujourd’hui, je consulte régulièrement mes comptes, j’effectue mes virements, j’imprime mes extraits,... le tout via S-net ! La facilité d’usage et les standards de sécurité élevés de la solution internet banking de la BCEE m’ont convaincue. Et grâce à S-net, j’ai plus de temps pour les choses qui comptent vraiment…

Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, Place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. : (+352) 4015-1


Visite Luxlait

bulli Fréijoer 2011 l 15

Visite Luxlait aus dem 19. Joerhonnert an der Produktionschefin Caroline, léiert een déi verschidden Etappe vun der Produktioun kennen. Duerch de Michel an d’ Caroline gëtt nieft den Erklärungen e permanente Verglach tëscht der Produktiounsweis am 19. Joerhonnert an haut gemaach. Well alles sterille bleiwe muss an dat nët garantéiert ka ginn, wann permanent Leit duerch d’ Produktioun lafen, gouf déi nei Molkerei esou ausgeluecht, dass een trotzdem alles vun Uewen duerch Fënsteren kann gesinn, ouni jee direkt mat der Produktioun a Kontakt ze kommen.

Déi lescht Visite vum Joer 2010 goung am Nomëtteg virun der jäerlecher Assemblée générale de 27. Dezember bei déi nei Molkerei vun der Luxlait um Rouscht. Well matten an der Staat keng Plaz méi war fir nach vill ze expandéieren, huet d’Association Agricole vun der Luxlait sech entschloss en neien Produktionsstanduert ze sichen, wou et och an Zukunft nach Moyen ginn fir ze wuessen. D’ Wiel vun dësem nei Standuert huet sech virun allem no der Gréisst vum Terrain an der Méiglechkeet gutt u vill Waasser ze kommen orientéiert. Eng Molkerei brauch eng grouss Quantitéit Waasser, mee dozou spéider méi. En Terrain deen dës Ufuerderungen erfëllt huet, gouf dann schlussendlech um Rouscht fonnt, wou déi nei Luxlait zënter 2010 produzéiert. Déi nei Molkerei um Rouscht ass mam Besicherzentrum « Vitarium » beschtens op Visiten ausgeluecht. Impressionant fänkt et schonn un, wann een am gëllenen Haus vum Vitarium emfaangen gëtt. Do kritt een als éischt emol e Kittel an en 3D-Brëll an et léiert een eng 3-dimensional Kou ze sträichen. Dann fänkt den eigentlechen Tour duerch d’ Molkerei un. An engem interaktiven Kaaz a Mausspill tëschen dem virtuellen Bauerebouf Michel

Als éischt Statioun hu mer d’Produktioun gewise kritt, wou interessanterweis vill Artiklen hiergestallt ginn déi ënner engem aneren Numm am Ausland verkaaft ginn. Laut onserer Guide sin dëst zwee drëttel vun de Luxlaits Produiten. Produzéiert gëtt ëmmer an Etappen. Sou gëtt zum Beispill eng Zäit laang Schockelasmëllech produzéiert, dann gëtt déi komplett Anlag gewäsch an zum Beispill Bottermëllech gemaach. Well tëschent all Produktioun, déi komplett Anlag gewäsch an desinfizéiert muss ginn, gëtt esou vill Waasser gebraucht. Duerno goung et an d’Verpaakung, wou d’ Produiten als éischt ofgefëllt an dann zesummen a Këschte verpaakt ginn. Dunn gounge mer an de Versand- a Logistik-Zenter


16 l bulli Fréijoer 2011

deen am Fong näischt anescht ass, wéi e grousse Frigo. An enger gekillter Lagerhaal leien honnerte vu Paletten, déi drop waarden vun Camion ofgeholl ze ginn. Dobannen sinn et 5 Grad kaal an et ass nët fir näischt, dass déi Leit déi do schaffen mat den décke Jacketten ronderëm lafen. Zum Schluss vun onser Visite goung et dann nach emol eng kéier an en interaktiven Zenter, wou een ënner anerem eng Course géint eng Kou konnt maachen oder ausprobéiere konnt, wéi vill Energie wéi eng Iesssaach huet. Natierlech gouf et och alles

Visite Luxlait

ze schmaachen wat bei der Luxlait esou hirgestallt gëtt an ons Leit hunn et sech nët huele gelooss eng Kachkéiseschmier bei engem gudde Glas Schockelasmëllech ze genéissen. Jean-Luc Rippinger


Table Ronde 2011

Freides den 22. Abrëll um 14 Auer an der Chambre de Commerce (Kierchbierg) Déi alljähreg Table Ronde bidd all iech Memberen d’Geleeënheet fir ausgewielte lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. Nodeem all Firma sech kuerz virgestallt huet besteet dono beim Apéritif d’Méiglechkeet a relaxer Athmosphère mat den HR Responsable vun de Firmen an d’Gespréich ze kommen a sech z.Bsp. iwwer Stage- an Aarbechtsplazen z’informéieren. Dës Geleenheet sollt der iech net entgoe loossen. De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus: 15h00 Rendez-vous 15h30 Presentatiounen 17h30 Receptioun


Je prépare les projets de demain. Mir br é nge n iec h w e ide r

Christiane S. / ingénieur développer la mobilité de demain, c’est innover avec des infrastructures modernes et des technologies de pointe. c’est aussi investir dans le capital humain. Les cFL comptent près de 3400 employés formés à toutes les professions. engagés, dévoués, responsables, ce sont eux qui veillent à ce que vos déplacements se fassent en tout confort et en toute sécurité. www.cfl.lu


Assemblée Générale

bulli Fréijoer 2011 l 19

Assemblée Générale Natierlech gouf et och wei dat sech vir esou een Joresofschloss gehéiert en Bilan iwwert déi sëllech Aktivitéiten a Visiten, een Iwwerbléck iwwert d‘Finanzlag vum Veräin, souwéi de Rapport vun de Keesereviseuren, déi konfirméiert hunn dass den Trésorier seng Arabescht korrekt gemaach huet.

An der Chrëschtvakanz, kuerz viru Joresenn, de 27ten Dezember hunn sech eng Rei motivéiert jonk Studenten an der Stad getraff vir d’Joer 2010 mat der Assemblée Générale vun der ANEIL ofzeschléissen. Um éischte Stack vum Café Urban, dee fir d‘ANEIL reservéiert war, gouf dunn sou ze soen eng AG no der anerer wéi um Fléissband ofgehalen: zwee mol extraordinaire a schliisslech ordinaire. Fir dem Wandel an de Studienuerdnungen, bedéngt duerch de Bologna Prozess, no ze komme war et erfuerderlech d’Statute vun der ANEIL, déi fir d’lescht 1989 geännert goufen, ze iwwerschaffen. Eng vun deene wichtegsten Ännerunge war et d’Ofschlëss Bachelor a Master an de Statuten ze verankeren. Och soll et de Studente vu Fachhéichschoulen ab elo offiziell erlaabt si Member vun der ANEIL ze ginn. Déi dofir erfuerderlech Ännerunge vun de Statute goufen am Joer 2010 vum Comité ausgeschafft an op der AG virgestallt. No engem Vote par Acclamatioun goufen se dunn majoritaire ugeholl, sou dass d’ANEIL lo der aktueller Studiesituatioun ugepasst ass.

Den neie Comité konnt ouni Vote ugeholl ginn an de Max Schmitz hëlt d’Erausfuederung un, trëtt d’Nofolleg vum Michel Hansen un, a gëtt President vun der ANEIL. Als al Huese bleiwen nieft him dem Comité erhalen: den Yves Duhr, de Jean-Luc Rippinger, de Pit Demuth, den Yves Roth souwéi als Membre Cooptée d’Daniel Mousel. Nei am Comité sinn d’Oochener Studente Pol Dax, Pit Schmit an Luc Frantzen an den Zürcher Jules Petit. Verabschid aus dem Comité hun sech dann niewent dem ale Presi Michel Hansen och d’Lis Cloos, d’Annik Becker, den Tom Schmitt, de Paul Nathan, de Marc Becker an de Gilberto Fernandes. Mir soen hinnen heimat natierlech och e grousse Merci fir déi vill Arabescht déi si an der ANEIL geleescht hunn. No deenen ustrengende Formalitéiten huet d’ANEIL sech et natierlech net huele gelooss sengen treie Memberen ee Patt aus ze gi fir dass den Owend konnt an entspaanter Stëmmung auskléngen. Bei dëser Geleeënheet konnt een dann och direkt dovu profitéieren sech eng nei Memberskaart vir d’Joer 2011 ze kafen.

Frantzen Luc


20 l bulli Fréijoer 2011

Visite SIDOR

Visite SIDOR fir den Uewen um Brennen ze halen, och iwwer de Weekend oder iwwer d’Feierdeeg, wa keen neien Offall geliwwert gëtt. Den Offall gëtt mat dem Gräifaarm vum Kran gemëscht, fir dass z.Bsp. net nëmmen naassen Dreck an den Uewe geheit gëtt an deen dann aus geet. Et kënnen och nach grouss Saachen, déi net verbrannt solle ginn, wéi ee Frigo oder Gasfläschen, erausgeholl ginn, soss gëtt awer keng weider Trennung gemaach.

Freides, den 11. Februar ware mer déi nei Verbrennungsanlag vun dem SIDOR zu Leideleng kucken. SIDOR steet fir syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d’Esch et de Capellen, a këmmert sech ëm d’Offäll vun de 36 Membersgemengen an deene ronn 2/3 vun de Leit zu Lëtzebuerg liewen. Niewent dem SIDOR gëtt et nach d’SIDEC (55 Gemengen) am Norden an SIGRE (25 Gemengen) am Oste vum Land. D’SIDOR ass awer mat ongeféier 125.000 Tonnen, wat ongeféier 70% vum Gesamtoffall am Grand-Duché ausmécht, dee gréisste Syndikat. Déi nei Verbrennungsanlag, déi offiziell de 14. Mäerz no 6 Joer Bauzäit ageweit gouf an 99 Milliounen Euro kascht huet, ersetzt déi al Offallverbrennungsanlag vu ‘76. Déi nei Anlag huet eng Kapazitéit vun 20t/h a leeft 24/24h, 7/7 Deeg. Domadder kann se déi 125.000 Tonnen Offall vun de Membersgemengen am Joer verbrennen. Wann den Offall ugeliwwert gëtt kënnt dee fir d’éischt an den Offallbunker, wou en da bis zur Verbrennung gelagert gëtt. Well d’Anlag déi ganzen Zäit leeft muss ëmmer genuch Offall do si

De gemëschten Offall gëtt da mam Kran an een Triichter geheit, wou en dann an den Uewe kënnt a bei enger Temperatur vu mindestens 850°C verbrannt gëtt. Dobäi bleift dann nëmmen nach Schlak, wei z.B. Eisen (dat schmëlzt eicht bei iwwer 1500 °C fir all déi, déi wei ech net Maschinnebauer sinn) iwwreg. Domadder huet een direkt proppert Eisen dat vum Rescht getrennt ass a weiderverkaaf ka ginn. Duerno ginn d’Schuedstoffer aus de Verbrennungsgase mat hëllef vun Natriumhydrogencarbonat erausgetrennt. Mat Hëllef vun Aktivkuel ginn dann d’Schwéiermetaller an organesch Offallstoffer absorbéiert. Uschléissend gi mat Loftfilteren och nach déi reng Partikelen a Feststoffer erausgefiltert. Mat Hëllef vu Katalysatore gi Stéckstoffer nach aus den Ofgasen erausgeholl déi duerno dann aus dem Kamäin erausgefouert ginn.


bulli Fréijoer 2011 l 21

Visite SIDOR

Mat der Wäermt déi bei der Verbrennung entsteet gëtt Waasser erhëtzt, doduerch entsteet Waasserdamp deen eng Turbin undreift déi un ee Generator ugeschloss ass. Doduerch ka Stroum fir 28.000 Haiser produzéiert ginn. Ausserdeem ka Fernwärmt fir 3.000 Haiser un d‘Gebidder Ban de Gasperich a Cloche d’Or geliwwert ginn.

Yves Duhr


easy

la carte VISA prépayée des P&T rechargez & payez en toute sécurité

CCP

La première carte Visa à recharger. Comptes CCP et CCP Connect également gratuits.

Division des services Financiers Postaux - L-2997 Luxembourg - Téléphone gratuit : 8002 4004 - www.pt.lu

Bienvenue chez nous

Le Groupe P&T, 4ème employeur du pays, met la compétence de plus de 3.500 collaborateurs au service d’une clientèle résidentielle et professionnelle. Premier opérateur de services postaux et des télécommunications au Grand-Duché et fournisseur d’accès Internet de référence au Luxembourg, P&TLuxembourg offre également une large gamme de services financiers postaux, notamment sa solution d’e-banking CCP Connect. Ensemble avec ses filiales, P&T offre une vaste gamme de solutions innovantes et de qualité: LUXGSM est ainsi le leader en téléphonie mobile et eBRC est au premier plan en matière de solutions sur-mesure de cogestion de la continuité et de la sécurité des activités des entreprises nationales et multinationales.

P&T recherche de manière continue de nouveaux diplômés (bachelor/ master) pour renforcer ses équipes dans ses trois métiers, notamment dans les domaines IT et les fonctions de support. Nous vous offrons un poste stimulant dans un environnement multiculturel et une réelle opportunité de carrière, avec une rémunération attrayante en fonction de vos compétences. De même, une formation interne adaptée à vos besoins est assurée par l’Entreprise qui attache également beaucoup d’importance à la formation continue.

Intéressé(e)? Envoyez-nous votre dossier de candidature comprenant Curriculum Vitae complet, copies des diplômes et photo récente à notre adresse e-mail: jobs@ept.lu. D’éventuelles demandes de renseignements téléphoniques peuvent être adressées au (+352) 4765-4422.

Pour plus de détails, visitez notre site Internet: http://www.pt.lu

Partout. Avec vous.


Soirée Ingénieur

Freides den 22. Abrëll um 21 Auer am Scott’s Pub am Gronn Wéi all Joer gëtt de Karfreideg, no enger ustrengender Visite moies an Table Ronde mëttes, owes ofgeronnd mat engem Fräibéier fir all eis Memberen. Dëst Joer fënnt dat ganzt am frësch renovéierte Scott’s Pub am Gronn statt. Lass geet et um 21 Auer an et dauert bis de Scotts eis um 1 Auer virun d’Dier geheit. Sidd also zur Zäit do.


24 l bulli Fréijoer 2011

Foire fir interesséiert Ingénieuren

Foire fir interesséiert Ingenieuren 28.06 -02.07.2011 Düsseldorf 8. Internationale Metallurgie-Fachmesse www.metec.de

01. - 04.09.2011 Salzburg BAUEN & MODERNISIEREN (AltbauModernisierung), Zürich www.fachmessen.ch

13.09 - 16.09.2011 Frankfurt am Main Internationale Fachmesse für Elektronik, Automatisierung und Elektrotechnik www.inletik.de

30.09 - 03.10.2011 Düren Baumesse www.baumesse.de

04. -06.10.2011 Linz Fachmesse für Industrielle Automation www.messe.at

18. - 20.10.2011 München 14. Internationale Fachmesse für Werkstoffanwendung, Oberflächen und Product Engeneering www.materialica.de 18. - 20.10.2011 München 3. Internationale Messe für Elektromobilität www.ecartec.de

29.10 - 01.11.2011 Ulm Ökologische Bau- & Energiemesse Ulm - Information, Beratung und Verkauf www.uag.de


Foire fir interesséiert Ingénieuren

bulli Fréijoer 2011 l 25

03. - 06.11.2011 Nürnberg Internationale Fachmesse „Ideen-Erfindungen-Neuheiten“ www.iena.de

03. - 06.11.2011 Zürich Auto Zürich www.auto-zuerich.ch

13. - 16.11.2011 München Elektronikmesse für Komponenten, Systeme und Anwendungen www.messe-muenchen.de

17. - 20.11.2011 Stuttgart Hobby & Elektronik www.messe-stuttgart.de

05. - 06.12.2011 Sindelfingen Internationale Ausstellung für die Innenausstattung von Kraftfahrzeugen www.gj-events.de

12. - 13.12.2011 München Firmenkontaktmesse www.bonding.de

28. - 30.12.2011 Aachen Firmenkontaktmesse www.bonding.de


26 l bulli Fréijoer 2011

Déi méi lëschteg Säiten

Déi méi lëschteg Säiten D‘Glas Béier Den Optimist: „d‘Glas ass hallef voll.“ De Pessimist: „d‘Glas ass hallef eidel.“ Den Ingenieur: „d‘Glas ass duebel sou grouss wéi et misst sinn.“ D‘Prinzessin Wéi en Ingenieur enges Daags iwwer d‘Stroos geet gëtt e vun engem Fräsch ugeschwat: „wann s de mech kuss, ginn ech zu enger wonnerschéiner Prinzessin“. Den Ingenieur béckt sech, hieft de Fräsch op a stécht en an d‘Täsch. De Fräsch seet erëm: „wann s de mech kuss an zur Prinzessin méchs da bleiwen ech eng Woch bei dir“. Den Ingenieur hëlt de Fräsch aus de Täsch, laacht en un a stécht en erëm zeréck. Do jäizt se Fräsch: “wann s de mech kuss an zur Prinzessin méchs da bleiwen ech bei dir a maache wat s de wëlls“. Erëm hëlt den Ingenieur de Fräsch eraus, laacht a stécht en erëm zeréck. Schliisslech freet de Fräsch: „Wat ass lass? Ech hunn der gesot ech wier eng schéi Prinzessin, géif fir ëmmer bei dir bleiwen a maache wat s de wëlls. Firwat kuss de mech net?“ Dorop den Ingenieur: „Ech sinn Ingenieur. Ech hu keng Zäit fir eng Frëndin. Awer ee Fräsch dee schwätzt... dat ass cool“. Deen éischte Mënsch Et ënnerhale sech ee Medizinner, en Ingenieur an en Informatiker wien wuel als éischt op der Welt war. De Medizinner mengt: „also dat war jo wuel ee Medizinner. Well schon an der Bibel steet Gott schuf Eva aus der Rippe Adams. Dat ass ganz kloer ee chirugeeschen Agrëff.“ Dorop den Ingenieur: „awer an der Bibel steet nach wäit virdrun am Anfang war das Chaos...“ Do lehnt sech den Informatiker zeréck a seet: „an? Wien mengt der huet dee Choas gemaach?“ De Primzuelentest Wéi beweist en Ingenieur dass all ongerued Zuele Primzuele sinn? Hien test: 1: Test bestan 3: Test bestan 5: Test bestan 7: Test bestan 9: Miessfehler 11: Test bestan Test insgesamt bestan!


OUR PEOPLE MAKE THE DIFFERENCE • World leader in Ironmaking Technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure projects

Paul Wurth Group offers study related and / or professional opportunities for future or newly graduated engineers, ready to join a challenging adventure in a demanding international environment.

[RFI/LKL/SCA/JoinTheAdventure-colour-A4-Innovation_rev2.indd/R0/29.11.2010]

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company, please send your application to career@paulwurth.com or contact Dorothee PFANDER • Tel. (+352) 4970-2269

Paul Wurth S.A. Human Resources • 32, rue d’Alsace • P.O. Box 2233 • L-1022 Luxembourg

Visit our website www.paulwurth.com


LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

bulli 2011_1  

ANEIL bulli 2011_1

Read more
Read more
Similar to
Popular now
Just for you