Page 1

bulli Summer 2010

EDITEUR RESPONSABLE Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG

Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

19/06/2010 19:23:57

Bulli Summer 2010Farw.indd 1


Iwersiicht 3/2010 3 4 6 9 12 16 19 21

Virwuert Den Comité 2010 Visite bei Guardian Invitatioun Visite SEO Artikel Table Ronde 2010 Revue de presse ‘‘Table Ronde 2010’’ Informatioun fir eis Nofolger Déi méi leschteg Säiten

Impressum Responsablen Editeur:

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: komitee@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 De Bulli kënnt 4 Mol am Joër eraus an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:

Pit Schmit, Marc Becker, Lis Cloos

Chefredakteren:

Gilberto Fernandes, Paul Nathan

Layout:

Marc Becker, Danièle Mousel

Cover:

Rita Kreins, Line Friob, Max Friob

Drock:

Imprimerie Rapidpress D’ Reproduktion vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemat ginn. D’ Artikelen engagéiren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gi vu Studenten, déi hier ANEIL’s Charge niervt hieren eigentlëche Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung erauszebréngen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt ginn.

Bulli Summer 2010Farw.indd 2

19/06/2010 19:23:57


Virwuert

bulli

Summer 2010

Virwuert Salut léiwe Bulli Lieser, Well d’Examenszäit fi r vill vun iech schonn voll am gaangen ass oder lo gläich ufänkt an wéinst deene ville WM-Fussballmätcher déi am Moment lafen, ass d’Lektür vun dësem Bulli dach eng wëllkomm Geleenheet fi r e bëssen Ofwiesselung ze suergen. Déi lescht grouss Aktivitéit vun der ANEIL hate mir Karfreideg, wou mir moies d’Firma Guardian zu Käerjeng kucke gaange sinn, duerno war eis traditionell Table Ronde an der Chambre de Commerce an owes gouf et e Patt an de Rives de Clausen. Ech wëll op dëser Plaatz nach emol all deene Leit Merci soen déi eppes zu dësem fl otten Dag bäigedroen hunn. Eis nächst Aktivitéit ass awer och schonn geplangt, an zwar ginn mir de 26. Juni d’Pompspäicherkraftwierk, Société Electrique de l‘Our zu Veianen kucken. Wann d’Wieder et erlaabt, siche mer eis duerno eng gemitterlech Plaatz fi r ze grillen an wäerten e fl otten Nomëtteg mateneen verbréngen. Weider Detailer dozou fannt dir am Laf vun der Lektür vun dësem Summerbulli. Dann wollt ech Iech awer och nach drop opmierksam maachen, dass de Comité am gaang ass eng kleng Rees ze plangen, déi wahrscheinlech Ufank Oktober wäert stattfannen. Haalt Iech dësem Datum also schonn mol fräi! Dann bleift mir nach just Iech all vill Spaß ze wënschen beim Liesen vun dëser Ausgab woubäi ech nach eng Kéier all deene Leit Merci soen, déi bei der Redaktioun fl äisseg matgehollef hunn. Ären President Michel Hansen

3 Bulli Summer 2010Farw.indd 3

19/06/2010 19:23:57


De Comité 2010

bulli

Summer 2010 Michel Hansen Président Oochen - Maschinenbau

Marc Becker Vice-Président Oochen - Bauingenieur

3, rue des prés L-3336 Hellange Tel: +352 511077 GSM: +352 691562271

1, rue de la rivière L-3276 Bettemburg GSM:+352691626891

Marienbongard 28 D-52062 Aachen Tel: +49 241 116 034 80 michel.hansen@aneil.lu

Bismarckstr. 181 D-52066 Aachen GSM: +49 176 23600573 marc.becker@aneil.lu

Danièle Mousel Secrétaire Oochen - Entsorgungsing.

Yves Roth Trésorier Karlsruhe - Maschinenbau

7, rue des Vergers L-7338 Heisdorf Tel: +352 33 79 28 GSM: +352 661 914 213

16, rue Eechelsbaach L-4871 Lamadelaine Tel: +352 50 27 26 GSM: +352 691 91 50 70

Karlsgraben 27 D-52064 Aachen GSM: +49 176 20336956 daniele.mousel@aneil.lu

Philippsstrasse, 4 D-76185 Karlsruhe GSM: +49 151 29110894 yves.roth@aneil.lu

Lis Cloos Programme d’échanges Zürich - UmweltNW

Max Schmitz Programme d’échanges Zürich - Maschinenbau

13, rue des Alliés L-4712 Pétange GSM: +352 621 161785

45, rue Louis XIV L-1948 Luxembourg

Götzstrasse 5 CH-8006 Zürich Tel: +41 43 535 93 25 GSM: +41 76 402 19 85 lis.cloos@aneil.lu

Viktoriastrasse 60 CH-8050 Zürich GSM: +41 79 595 5281 max.schmitz@aneil.lu

Pit Demuth

Yves Duhr Gestion des fi chiers & Site Internet Oochen - Informatik

Délégué aux relations publiques

Karlsruhe - Bauingenieur 14, rue Eich L-3352 Leudelange Tel: +352 378801 GSM: +352 661 799369

16, Kaulepad L-9167 Mertzig GSM: +352 621 483134

Kriegsstrasse, 130 D-76133 Karlsruhe Tel: +49 7214706028 pit.demuth@aneil.lu

Auf der Hörn, 3 52074 Aachen GSM: +49 178 8929370 yves.duhr@aneil.lu

Paul Nathan Délégué aux publications Oochen - Bauingenieur

Gilberto Fernandes Délégué aux publications Oochen - Bauingenieur

107, cité Hierzesprong L-3728 Rumelange GSM: +352 621 354162

6, rue des Pêcheurs L-9552 Wiltz GSM: +352 691 957 239

Roermonder Str. 108 D-52072 Aachen paul.nathan@aneil.lu

Roermonder Str. 15 D-52072 Aachen gilberto.fernandes@aneil.lu

4 Bulli Summer 2010Farw.indd 4

19/06/2010 19:23:59


De Comité 2010

bulli

Summer 2010 Tom Schmitt Relations intercercles Kaiserslautern - Architektur

Jean-Luc Rippinger Responsable Foire de l’étudiant München - Luft- und Raumfahrt

17, rue Hamen L-5219 Sandweiler GSM: +352 621 768 441 tom.schmitt@aneil.lu

25, rue de la Tuilerie L-4336 Esch/Alzette GSM: +352 621132330 Gunta-Stölzl-Str. 5 80807 München GSM: +49 176 63142436 jean-luc.rippinger@aneil.lu

Annick Becker Responsable sponsoring Bruxelles - Ingénieur civil architecte 57, Duerfstrooss L-9644 Dahl Tel: 899458 GSM: 691811123 Avenue des courses 24 B-1050 Bruxelles GSM:+488484186 annick.becker@aneil.lu

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.lu 5 Bulli Summer 2010Farw.indd 5

19/06/2010 19:24:00


Visite bei Guardian

bulli

Summer 2010

Visite bei Guardian Dëst Joer stoung Karfreiden, wei gewinnt, ganz am Zeeche vun der ANEIL. Ugefangen huet dat ganzt mat enger Visite, dës Kéier wor et d’ Guardian zu Bascharage. Als éischt krute mir eng Taass Kaffi, een Ouschteree an eng kleng Presentatioun vun der Firma.

Guardian ass eng Firma déi Float-Glas produzéiert. Dat ass dat Glas wat fl aach ass (sou wei Fënsteren), am Geigensatz zu Fläschen :-) (déi ginn nämlech geblosen). D’ Firma gouf 1932 an den USA gegrënnt an huet deemools just Windschutzscheiwe gebaut. Säit 1981 gëtt et d Guardian zu Bascharage. Dat wor déi éischte Fabrik vun hinnen ausserhalb vun den USA. Do ginn lo all Dach bis zu 600 Tonnen héichwäertegt Glas produzéiert. Si produzéiere Glas fi r all méiglech Uwendungsberäicher: Glas wat vill Luucht duerchleisst fir Solaranlagen, Glas wat gutt refl ektéiert fir Fënsteren., Verbundglas wat extra stabil muss sinn.... . Verschidde vun dësen Eegenschaften erreechen sinn duerch Beschichtungen oder Wärmebehandlungen. Gären hunn si eis och gezielt dat si een Deel vum Glas fir d Façade vum «Burj Khalifa» aka «BurjDubai» a fir déi Pyramid vun der Banque Generale du Luxembourg produzéiert hunn. Bon dunn Krute mir déi Anlage vun enge charmanten Ex-Oochener Student gewisen an erklärt. (natierlech duerfte mir keng Photoe man)Als éischt ginn verschidden Zorte Sand a Mineralien an deene genee Verhältnisser mat enaner vermëscht. Ausserdeem komme bëssi al Schierbele mat an dee Melang, fir d Schmeltztemperatur vun deem ganzen erofzesetzen (jojo Energiespueren, Co2-Reduktioun). Dann kennt deen Sandmix kontinuéierlech an een «Gasuewen» wou en da bei eppes iwwert 1200 Grad geschmollt gëtt.

6 Bulli Summer 2010Farw.indd 6

19/06/2010 19:24:04


Summer 2010

An well ech do grad Thermodynamik am leschten Versuch gepackt hunn weess ech nach ganz genee dat se hier waarm Ofgase vun deem Uewen huele fi er hier Verbrennungsgase fi erzewiermen :-). (an sou rëm Energie spueren :-)) Als nächst gëtt dann dat fl essecht Glas op een Zänn-Bad lafe gelooss wou et sech dann op déi Breet an Deckt ausbreede ka wei een dat gären hätt. D Breet Variéiert do tëschent 300 an 360 cm. Dat Glasband gëtt dann op enger Streck vun 120m lues a lues oofggekillt bis et dann Zëmmertemperatur erreecht huet a fest ass. Duerno geet et dann an d’Decoupe. Eng gudd Kamera an ee gudde Computer detectéieren automatesch kleng Feeler am Glas an schneiden automatesch dei richteg Gréisst vun Glasscheif raus. Dei Plaatze wou Feeler am Glas sinn, ginn als Schierbelen dem Sand beigemescht. Iwwert Fliessbänner an Roboteräerm ginn déi färdesch Glasscheiwen dann automatesch jee no Commande vum Client op speziell Gerüster gelueden, fi r dat een spezielle Camion se ka mathuelen. Eis Maschinnebau woren natierlech een decke faszinéiert vun deene Camionen. Dat sinn speziell Camionen ouni Buedem an ouni duerchgeehend Henescht-Axe. Doduercher ass et méi einfach d´Glas opzelueden. Ausserdeem hunn déi Gefi erer eng speziell hydraulesch Lagerung fir dat d Glasplacken och ganz beim Client ukommen.

Visite bei Guardian

bulli

Pit Schmit

7 Bulli Summer 2010Farw.indd 7

19/06/2010 19:24:09


Invitatioun SoirĂŠe Ingeneiur Bulli Summer 2010Farw.indd 8

19/06/2010 19:24:10


Invitatioun Visite SEO

Invitatioun Soirée Ingeneiur

bulli

Summer 2010

Invitatioun Visite bei SEO – Energie

Léiw Memberen, Samschdes, den 26. Juni um 11:00 ginn mer Société Electrique de l’Our zu Veianen/ Stolzebuerg kucken. Si bedreiwen do dat eenzegt Pompspeicherkraftwierk zu Lëtzebuerg. Mir kréien eng Visite guidée duerch Wierk wou mir dann hoffentlech déi nei Maschinn virgestallt kréien. Treffpunkt ass um Parking Pavillon Ourtal um 10:45 (de plan d’accès fannt der op der nächster Säit)

9 Bulli Summer 2010Farw.indd 9

19/06/2010 19:24:11


Summer 2010

Visite Visite Solarwood Solarwood

Invitatioun Visite SEO

bulli

Mëttes no der Visite wollte mer eng gemittlech Platz am Schied sichen a grillen. Doniewent besteet Méiglechkeet an den Indian Forest (en Heichseelgaart) se goen, deen direkt niewent der Grillplaz am Bësch leit. Wa genuch Leit sech mellen, mellen ech ons als Grupp un. Eng aner Méiglechkeet ass di oppe Schwämm. Weider Informatiounen (Grillen, Schwämm an Heichseelguart) kommen no wa genuch Leit matginn an wann Wierder et erlaabt. Aus dësem Grond mellt iech bis den 23. Juni bei mir un a sot op der mat op Visite gitt, op der mat grillt an op léiwer mat an den Indian Forest gidd oder an Schwämm. WICHTEG: D’Aktivitéiten (Schwämm oder Heichseelgaart) si op eege Këschten! Mellt iech fi r d’Visite a fi r d’Iesse bis den 23. Juni beim Pit Demuth un. pit.demuth@aneil.lu

10 Bulli Summer 2010Farw.indd 10

19/06/2010 19:24:12


Visite Visite Solarwood Solarwood Bulli Summer 2010Farw.indd 11

19/06/2010 19:24:12


Invitatioun InvitatiounSoirée SoiréeIngeneiur Ingeneiur

Artikel Table Ronde 2010

bulli

Summer 2010

Artikel Table Ronde 2010 No der interessanter Visite bei Guardian an dem gemittlechen Iessen am Limoncello huet sech dunn mat der Table Ronde den Héichpunkt vum Daach lues an lues genähert. Och dëst Joer Joer huet d’ANEIL keng méi gescheit fi r intressant Entreprisen aus deenen verschiddensten Beräicher op Karfreiden ze invitéieren. Ziel dovun ass et dass ons Memberen d’Méiglechkeet kréien mat verschiddenen Responsablen vun den Firmen an d’Gespréich ze kommen an sech iwwer d’Stageméiglechkeeten an frei Platzen bei den Entreprisen ze informéieren. Desweideren krit een awer och een Anbleck an den Leeschtungsspektrum vun Firmen déi een bis lo net kannt huet oder net genau wosst wat se giffen maachen. Mir hunn probéiert iech eng gud Mëschung vun Firmen ze presentéieren sou dass fi r all Ingenieursstudiengang eppes dobäi ass. Niewent deenen treien Fiermen déi schon oft dobäi waren hunn sech dëst Joer och en puer nei Firmen presentéiert déi bis lo nach ni drun Deel geholl hunn.

Den Ufank huet P&T Luxembourg gemaach. Presentateuren, dorënner den Guy Mahowald, Präsident vun der Aneil am Joer 2006, hunn déi verschidden Servicer virgestallt an och uginn dass si zur zéit en puer frei Ingénieursposten hätten.

Als zweeten huet den Directeur vun PricewaterhouseCoopers Luxembourg, Pierre Mangers, dei verschidden Geschäftsfelder vun PWC virgestallt. Den Präsident vun der ANEIL an den Joeren 1995 an 1996 huet als lëschteg Anekdot nierwenbei erwähnt dass Letzebuerg dat eenzegt Land wär wou PWC mei Mataarbechter hätt wie d’Arméi Zaldoten, an PWC Luxembourg dofi r en besonneschen Stellewäert an hirem globaliséierten Unternehmen hätt.

Dono war et dunn um Jean-Luc Verheggen, neien Directeur du personnel vun DuPont de Nemours an Teijin DuPont Films, d’Geschicht vun Dupont zu Lëtzebuerg an hier grouss Diversitéit vun Produkter ze presentéieren. Den M. Verheggen hat och zuelreich Produiten matbruecht dei een dono bei der Réceptioun mäin genau konnt ënnert d’Lupp huelen.

12 Bulli Summer 2010Farw.indd 12

19/06/2010 19:24:13


Summer 2010

Als nächst war et dunn um Max Friob fi r ArcelorMittal ze presentéieren. War hien d’lescht Joer nach bei der ANEIL als Präsident unzetreffen, sou huet en dëst Joer d’Säit gewiesselt an huet di verschidden Produktiounssitten an d’Produktioun selwer vun den Stohlprofi ler virgestallt.

Artikel Table Ronde 2010

Invitatioun InvitatiounSoirée SoiréeIngeneiur Ingeneiur

bulli

Den Camille Feyder huet dun als nächst déi verschidden Entwécklungen vun Delphi virgestallt an ass och drop angang weien Méiglechkeeten an Infrastruktur Delphi sengen Mataarbechter zur Verfügung stellt fi r nei Produkter ze entwéckelen an ze testen. Als lescht Firma virun der Paus huet d’Birgit Manzoni Epuramat virgestallt. Déi richt 2005 gegrënnten Entreprise ass am Domaine vun der Ofwaasser Behandlung aktiv an huet schon zuelreich Präisser gewonn dorënner ënneraanerem eng Auszeechnung als technologescht Pionéierunternehmen dëst Joer um Weltwirtschaftsforum zu Davos. No enger klenger Paus dei mer dëst Joer dobäi gefügt hunn ass et dunn och schon mat der nächster letzeboiecher Entreprise weidergaang vun där een kann bal soen kann dass se iwwerall op der Welt doheem ass. Den René Friederici, Senior Vice-President vun Paul Würth, huet erklärt wat di aktuell Projeten vun Paul Würth sinn, an an weiengen Länner den Moment een groussen Ëmsatz gemat gëtt an fi erwaat d’Wuelbefannen vun hieren Mataarbechter Paul Würth besonnesch um Häerz leit. Nom M.Friederici war et um Tour vum Tom Laplume an Marc Cloos, alle béid och 2 Joer am ANEIL’s Comité als vice-président respektiv secrétaire täteg, fi r d’Entwécklung an Produktioun vun Goodyear um Site Kolma-Bierg virzestellen. Uschléissend koum et dunn zu der Presentatioun vun dem Global Player Amazon, deen net nëmmen den Ingenieursstudenten dierft bekannt sinn. Amazon gouff representéiert duerch den Philippe Hemard, Supply Chain and Transportation Director, den David Haines, Human Resources Director, EU Operations an dem Alex Sinner, Product Manager, Marketplace an an den Joeren 1998/99 am ANEIL’s Comité täteg. Fir si war et wichteg ze weisen weien verschidden Ingenieuren si sichen, wei am allgemengen hier Philosophie an der Entreprise ass an si hunn och gesot dass se en puer oppen Ingenieursplatzen hätten.

13 Bulli Summer 2010Farw.indd 13

19/06/2010 19:24:13


Artikel Table Ronde 2010

bulli

Summer 2010 Dunn war et un der Rei vum Thierry Flies fi r Schroeder & Associés, hier domaines d’activités souwei hier zahlreich Referenzen vou groussen Bauprojeten fi rzestellen. Am Joer 1961 gegrennt ass den Bureau d’Etudes stännech gewuess an ass aktuel mat 216 Matarbechter deen greissten aus Letzebuerg.

Als lescht Entreprise gouf dunn Drees & Sommer Luxembourg vum Maximilien Ast virgestallt. Och si waren dëst Joer fi r d’eicht dobäi. Déi 2003 gegrënnten lëtzebuergesch Filial ass am Domän vum Projektmanagement, Immoblienberatung an Engineering aktiv.

Den Ofschloss vun den Virtrag war dunn der Dr.-Ing. Danièle Waldmann vun der Uni.lu iwwerlooss. Si huet ons déi verschidden Themen un deenen d’Uni.lu Recherche bedreift an an deenen Dokteraarbecht méiglech sinn virgestallt.

No deenen 12 ganz interessanten Virträg waren d’Memberen souwéi d’Firmenvertrieder awer och dunn frou wei se den Eirenwein vum Serveur konnten entgéint huelen an zesummen ustoussen. Vill Studenten hunn dann och vun der Occasioun profi téiert fi r perséinlech mat den Firmenvertrieder ze schwätzen, sou dass intressant Gespréicher zu stan komm sinn an déi eng oder aner Visiteurskaarten den Proprietaire gewiesselt huet.

14 Bulli Summer 2010Farw.indd 14

19/06/2010 19:24:15


Summer 2010 Den Androck deen d’Firmen hannerlooss hunn ass dass den Ingenieur, an virun allem den lëtzebuergeschen Ingenieur mat senger Sprochenvielfalt, emmer nach een „raren Artikel“ ass. Alles an allem hoffen ech dass vill Studenten vun der Table Ronde profi téiert hunn an dass déi, déi dëst Joer keng Zäit fonnt hunn fi r laanscht ze kommen, sech nächst Joer déi Geléigenheet net entgoen loossen. Ob dëser Platz well ech dann och nach eng kéier dem Direkter, dem Här Soisson, dem Här Santer an der Madame Fisch vun der FEDIL Merci soen fi r den gelongenen Eirenwein, d’Kaffi spaus an d’Raimlechkeeten déi se ons zur Verfügung gestallt hunn.

Artikel Table Ronde 2010

bulli

Marc Becker

15 Bulli Summer 2010Farw.indd 15

19/06/2010 19:24:35


Revue de presse ‘‘Table Ronde 2010’’

bulli

Summer 2010

Publikatioun am ‚‚ Journal “ vum 03.04.2010:

16 Bulli Summer 2010Farw.indd 16

19/06/2010 19:24:36


Revue de presse ‘‘Table Ronde 2010’’

bulli

Summer 2010

Publikatioun am ‚‚ Le Quotidien “ vum 03.04.2010:

Le Quotidien: Des futurs ingénieurs très prisés Des futurs ingénieurs très prisés Nicte Mazariegos on 03/04/2010 10:54:00 De notre journaliste Camille Leroux Douze entreprises ont répondu présent à l’invitation de l’ANEIL et de la Fedil. Toutes ont préparé une présentation alléchante. Toutes recrutent des ingénieurs mais peinent à en trouver au Luxembourg. « Il est diffi cile de recruter des ingénieurs luxembourgeois car il n’y en a pas tellement », confi rme Camille Feyder, responsable de la sécurité, de la santé et de l’environnement à Delphi. « La profession d’ingénieur n’est pas la plus attractive, par rapport aux métiers de la fi nance notamment. » Et la crise n’a rien arrangé. « L’industrie s’est retrouvée en première ligne », renchérit Jean-Luc Verheggen, responsable du personnel à DuPont. « Les gens s’en détournent. Chez DuPont, nous avons dû geler les recrutements pendant deux ans. Mais une entreprise n’est effi cace que si elle dispose de personnel de qualité. » Et plus encore dans le secteur automobile à l’aube d’une nouvelle ère. « Une forte demande nous pousse à développer les véhicules électriques et la réduction des émissions de CO2 », acquiesce Camille Feyder, « et ce sont les ingénieurs qui peuvent nous aider à y répondre ». Des étudiants attachés à leurs racines Pourquoi les étudiants luxembourgeois sont-ils si demandés ? « Nous avons une unité de production ici », répond Jean-Luc Verheggen, « beaucoup de gens parlent luxembourgeois et c’est toujours plus facile de communiquer dans sa langue maternelle ». La maîtrise des trois langues véhiculaires, plus l’anglais, est un grand avantage évidemment. « Ils sont très souvent trilingues, et la plupart ont étudié à l’étranges donc ils ont une première expérience de vie à l’étranger », indique Camille Feyder. D’autres entreprises sont venues rappeler aux étudiants qu’elles aussi ont besoin d’ingénieurs. Comme Epuramat, jeune société d’épuration d’eau, ou encore Amazon. « On utilise aussi des ingénieurs même si c’est moins évident », justifi e Philippe Hemard, directeur Europe transport et supply chain (logistique) pour Amazon. « Nous avons ici beaucoup de centres de distribution et nous recrutons dans des métiers très technologiques comme le web. » C’est d’ailleurs Alex Sinner, nouvelle recrue luxembourgeois. « J’ai étudié à Karlsruhe. J’avais envie de voir le monde mais aussi de revenir. » Car c’est fi nalement un sentiment partagé par les étudiants ingénieurs de Aachen, Karlsruhe ou Nancy. Daniel termine ses études d’ingénieur du bâtiment à Aachen mais il « ne veut pas forcément travailler à l’étranger ». Michel Hansen, étudiant en génie mécanique et modérateur de la table ronde, confi rme que « la plupart des étudiants reviennent au pays, notamment parce qu’ils ont plus de chances de percer et de faire carrière ici. » Cette rencontre privilégiée avec des entreprises comme ArcelorMittal, PricewaterhouseCoopers, Goodyear, Schröder, Paul-Wurth, Drees&Sommer ou P&T permet en tout cas aux futurs ingénieurs de découvrir la diversité de choix qui s’offre à eux. « Je suis surtout intéressée par ce qui touche à l’environnement, c’est un critère vraiment important pour moi », explique Sophie, étudiante ingénieur du bâtiment à Aachen. « Je suis ouverte à tout, je partirais bien quelques années à l’étranger mais, c’est sûr, je reviendrai. » De quoi rassurer des employeurs potentiels soucieux de gardes ces cerveaux au pays.

17 Bulli Summer 2010Farw.indd 17

19/06/2010 19:24:37


Visite vun der Gare Belval-UniversitĂŠ Bulli Summer 2010Farw.indd 18

19/06/2010 19:24:38


Informatioun fi r eis Nofolger

bulli

Summer 2010

Informatioun fi r eis Nofolger Wéi dir jo wësst organiséiert d’ANEIL Villes fi r hier Member’en, also haaptsächlech fi r d’Ingenieursstudenten, dat heescht fi r iech :-)! Donieft huet d’ANEIL awer och nach eng aner ganz wichteg Charge, nämlech dofi r ze suergen, dass och an Zukunft vill Leit mam Ingenieursstudium ufänken (an natierlech och fäerdeg man). Fir de Schüler a Schülerinnen ande Lycéeën ze weisen, wéi de Beruff an de Studium vun engem Ingenieur ausgesäit, probéiere mir op méiglechst villen Informationsaktivitéite vun de Lycéeë präsent ze sinn. Dëst Joer war d’ANEIL schon bei ville Schoulaktiounen dabei. Am LTMA zu Péiteng, am LCD, am LNW an och zu Esch am Lycée technique ware mir schon vertrueden. Wéi déi Schoulaktioune genau ausgesinn an ofl afen, hänkt ëmmer bësse vum Konzept vun der jeeweileger Schoul of. Normalerweis maache mir eng kuerz Presentatioun mat deier mir probéieren de Schüler ze weisen wat en Ingenieur mëscht. Mee well, wéi dir jo och wësst, Ingenieur net gläich Ingenieur ass, stelle mir hinnen och déi verschidden Ingenieursrichtunge vir. Ausserdeem weise mir op déi verschidde Méiglechkeeten hin, déi een dono am Beruffsliewen huet. No dësem Input hun d’Schüler dann d’Geleeënheet Froen ze stellen. Demnowéi, sinn och ‚richteg’, also Ingenieuren, déi schon am Beruffsliewe stinn, mat dabei, déi de Schülerda méi aus hirem Beruffsalldag erziele kënnen. Oft kann dann unhand vu praktesche Beispiller a Projete gewise ginn, wéi en Ingenieur schafft. D’Froen, déi d’Schüler stellen, si ganz verschidden. Déi eng wëllen sech haaptsächlech mol graff iwwert de Beruff informéieren, anerer hu ganz präzis Froen. Wouriwwersinn sech oft Gedanke maachen, sinn d’Unisstied. Déi eng wëlle méiglechst weit fort, déi aner sinn awer gären all Weekend rëm zu Lëtzebuerg. Natierlech kenne mir hinnen do d’Entscheedung net ofhuelen, mä mir kennen hinnen déi gréissten a bekanntesten Ingenieursschoulen uginn. Rëm Anerer sinn och ofgeschreckt vun der ville Mathé oder Physik, wou d’ANEILda probéiert ze erkläre fi rwat dass déi gebraucht an ugewannt gëtt.

19 Bulli Summer 2010Farw.indd 19

19/06/2010 19:24:38


Informatioun fi r eis Nofolger

bulli

Summer 2010 Donieft gi mir hinnen och d’Méiglechkeet eis ze kontaktéieren, wann si weider Froen hätten. Am Moment hu mir leider keng aktuell Dokumentatioun a Form vun enger Broschür mat dësenInformatioune fi r ze verdeelen. Mee, tadadadaaa, mir sinn amgaang de Let’s Engineer un de Bachelor/Master System unzepassen an och soss ze aktualiséieren. Nieft Informatiounen zu de klasseschen Ingenieursbranchen, sinn hei och Informatiounen zu méi klengen a méi onbekannte Richtungen ze fannen. Ausserdeem probéiere mir een Iwwerbléck iwwert déi meescht besichste Studiestied a –länner mat den dozou gehéiregen Umeldungsfristen a –bedingungen ze gin. Sou dass mir, spéitstens fi r d’Foire de l’Etudiant am Hierscht rëm eng Broschür hunn, déi mir den Interessenten ofgi kënnen. Bleift nach ze erwähnen, dass mir och dest Joer op der Foire d’Etudiant mat engem Stand dabei wäerte sinn. Hei gëtt ëmmer probéiert d’Schüler duerch verschidden ausgestallten an interaktiv Objet’en fi r de Beruff vum Ingenieur virwëtzeg ze maachen. D’lescht Joer hate mer als Highlight e Roboter, de Mocktaile gemixt huet. Dat hat defi nitiv och deene gefall, déi soss näischt mat engem Ingeniersstudium um Hutt haten. Och wa mir eis Bescht man, d’Schüler an d’Schülerinne fi r de Studium vun Ingenieur- an Naturwessenschaften ze begeeschteren an se sou gudd wéi méiglech ze informéieren, d’Décision, waatwe Wee se aschloen, kënne mir hinnen net ofhuelen.

Lis Cloos

20 Bulli Summer 2010Farw.indd 20

19/06/2010 19:24:39


Déi méi leschteg Säiten

bulli

Summer 2010

Kleng Witzer zur Opmonterung:

Sagt ein deutscher Ingenieur zu seinem italienischen Kollegen: “Gib mir Eisen und Stahl - und ich baue Dir einen Flugzeugträger!” Meint der Italiener: “Gib mir Deine Schwester - und ich mache Dir die Besatzung dazu!”

Drei Ingenieure stehen zusammen und diskutieren die möglichen Entwickler des menschlichen Körpers. Der eine sagt: „Das war ein Maschinenbauer. Schaut euch nur mal all die Gelenke an!“ Darauf der Zweite: „Nein, es war ein Elektroingenieur. Das Nervensystem hat tausende elektrischer Verbindungen.“ Der Letzte: „In Wirklichkeit war es ein Bauingenieur. Wer sonst würde eine Abwasserleitung mitten durch ein Vergnügungszentrum leiten?

21 Bulli Summer 2010Farw.indd 21

19/06/2010 19:24:39


Déi méi leschteg Säiten

bulli

Summer 2010

Engineering & management A man in a hot air balloon realized he was lost. He reduced altitude and spotted a woman below. He descended a bit more and shouted, “Excuse me, can you help me? I promised a friend I would meet him an hour ago, but I don’t know where I am.” The woman below replied, “You are in a hot air balloon hovering approximately 30 feet above the ground. You are between 40 and 41 degrees north latitude and between 59 and 60 degrees west longitude.” “You must be an engineer,” said the balloonist. “ I am,” replied the woman, How did you know?” “Well,” answered the balloonist, “everything you told me is, technically correct, but I have no idea what to make of your information, and the fact is I am still lost. Frankly, you’ve not been much help so far.” The woman below responded, “You must be in Management.” “I am, “replied the balloonist, “but how did you know?” “Well,” said the woman, you don’t know where you are or where you are going. You have risen to where you are due to a large quantity of hot air. You made a promise, which you have no idea how to keep, and you expect people beneath you to solve your problems. The fact is you are in exactly the same position you were in before we met, but now, somehow, it’s my fault”.

“High Tech” Skills A young executive was leaving the offi ce at 6 p.m. when he found the CEO standing in front of a shredder with a piece of paper in his hand. “Listen,” said the CEO, “this is important, and my secretary has left. Can you make this thing work?” “Certainly,” said the young executive. He turned the machine on, inserted the paper, and pressed the start button. “Excellent, excellent!” said the CEO as his paper disappeared inside the machine. “I just need one copy.”

Interview Reaching the end of a job interview, the Human Resources Person asked the young Engineer fresh out of MIT, “And what starting salary were you looking for?” The Engineer said, “In the neighbourhood of $75,000 a year, depending on the benefi t’s package.” The HR Person said, “Well, what would you say to a package of 5-weeks vacation, 14 paid holidays, full medical and dental, company matching retirement fund to 50% of salary, and a company car leased every 2 years - say, a red Corvette?” The Engineer sat up straight and said, “Wow!!! Are you kidding?” And the HR Person said, “Certainly, ...but you started it.”

22 Bulli Summer 2010Farw.indd 22

19/06/2010 19:24:40


Bulli Summer 2010Farw.indd 23

19/06/2010 19:24:40


%NGINEERING  4ECHNOLOGY o WORLDWIDE

*>ՏÊ7ÕÀ̅ʈÃÊ>ʏi>`ˆ˜}ÊܜÀ`܈`iÊVœ˜ÌÀ>V̜Àʜvʈ˜`ÕÃÌÀˆ>Ê«>˜ÌÃÊ>˜`Ê«ÀœiVÌÃÊvœÀÊ Ì…iʈÀœ˜Ê>˜`ÊÃÌiiÊˆ˜`ÕÃÌÀÞ]Ê܈̅ʣÈääÊi“«œÞiiÃÊܜÀŽˆ˜}ʈ˜ÊÕÝi“LœÕÀ}Ê>˜`ʈ˜ÊÓxÊ ˆ˜ÌiÀ˜>̈œ˜>Êi˜ÌˆÌˆiðÊœÀiÊ̅>˜Ê{xäʈ˜`ÕÃÌÀˆ>Ê`iÛiœ«“i˜ÌÃʅ>ÛiÊLii˜Ê«>Ìi˜Ìi`Ê œÛiÀÊ̅iʏ>ÃÌÊ`iV>`iðÊ"ÕÀÊ>V̈ۈ̈iÃʈ˜VÕ`iÊi˜}ˆ˜iiÀˆ˜}]Ê«ÀœiVÌʓ>˜>}i“i˜Ì]Ê ÃÕ««Þ]ÊÈÌiÊÃÕ«iÀۈȜ˜Ê>˜`ÊVœ““ˆÃȜ˜ˆ˜}Ê>ÃÈÃÌ>˜Viʜvʈ˜`ÕÃÌÀˆ>Ê«>˜ÌÃ]Ê«ÀœViÃÃiÃÊ and equipment. "˜Ê>ʏœV>ÊiÛi]ʜÕÀʁ ˆÛˆÊ œ˜ÃÌÀÕV̈œ˜É ˜}ˆ˜iiÀˆ˜}ÊEÊ*ÀœiVÌÊ>˜>}i“i˜Ì‚Ê`ˆÛˆ‡ Ȝ˜ÊVœœÀ`ˆ˜>ÌiÃʏ>À}iÊÃV>iÊVˆÛˆÊVœ˜ÃÌÀÕV̈œ˜Ê«ÀœiVÌÃÊvœÀÊ̅iÊ«ÕLˆVÊ>˜`Ê«ÀˆÛ>ÌiÊ sector. Given the continuous positive development of our business, we are interested in hiring freshly graduated engineers (m/f) in the following disciplines:

    

Mechanical Engineering Process Engineering Material Engineering / Metallurgy Electrical Engineering Civil Engineering

Your profile: UÊޜÕʅ>ÛiÊ>˜Ê՘ˆÛiÀÈÌÞÊ`ˆ«œ“>ʈ˜Ê ˜}ˆ˜iiÀˆ˜}Ê­ ˆ«œ“‡˜}i˜ˆiÕÀʜÀÊ>ÃÌiÀ½Ã®Æ UÊޜÕÊ`i“œ˜ÃÌÀ>ÌiÊ>ʅˆ}…Ê`i}Àiiʜvʈ˜ˆÌˆ>̈ÛiÊ>˜`ÊÀi뜘ÈLˆˆÌÞÊ>˜`Ê>ÀiÊ܈ˆ˜}ÊÌœÊ vՏÞʈ˜ÛiÃÌÊޜÕÀÃivʈ˜Ê̅iÊ>ÃÈ}˜i`Ê«ÀœiVÌÃÆ UÊޜÕÊ>ÀiÊyÊi݈LiÊ>˜`ÊÀi>`ÞÊ̜ÊÌÀ>ÛiÊܜÀ`܈`iÆ UÊޜÕÊܜÀŽÊˆ˜Ê>Ê«ÀœviÃȜ˜>Ê>˜`ʈ˜`i«i˜`i˜Ìʓ>˜˜iÀÊ>˜`ʵՈVŽÞʈ˜Ìi}À>ÌiÊޜÕÀÃivÊ ˆ˜Ê>Ê`ޘ>“ˆV]ʓՏ̈˜>̈œ˜>ÊÌi>“Æ UÊޜÕÀÊ>Àiʜ«i˜‡“ˆ˜`i`]Ê«À>}“>̈VÊ>˜`Ê̅ˆ˜ŽÊºœÕÌÈ`iÊ̅iÊLœÝ»]Ê܅ˆV…Ê>œÜÃÊޜÕÊ ÌœÊÀi뜘`ÊVÀi>̈ÛiÞÊ̜ʜÕÀÊVÕÃ̜“iÀýʘii`ÃÆ UÊޜÕÊ>ÀiÊyÊÕi˜Ìʈ˜Ê ˜}ˆÃ…]ÊÕÝi“LÕÀ}ˆÃ…]ÊiÀ“>˜Ê>˜`ÊÀi˜V…ÆÊ UÊޜÕÊ>ÀiÊ«ÀœwÊVˆi˜Ìʈ˜Ê-Ê>««ˆV>̈œ˜ÊÜvÌÜ>Ài°

Bulli Summer 2010Farw.indd 24

S AF E T Y S IED

TEM YS

Paul Wurth S.A. Human Resources ÎÓ]ÊÀÕiÊ`½Ã>ViÊUʇ££ÓÓÊÕÝi“LœÕÀ} V>ÀiiÀJ«>ՏÜÕÀ̅°Vœ“ÊUÊÜÜÜ°«>ՏÜÕÀ̅°Vœ“

CERT IF

vÊޜÕÀÊi`ÕV>̈œ˜>Ê«ÀœwʏiÊVœÀÀi뜘`ÃÊ̜ʜÕÀÊÀiµÕˆÀi“i˜ÌÃ]ÊÜiʈ˜ÛˆÌiÊޜÕÊ̜ÊÃi˜`Ê ÞœÕÀÊ>««ˆV>̈œ˜Ê>˜`ʓœÌˆÛ>̈œ˜ÊiÌÌiÀ]Ê̜}i̅iÀÊ܈̅Ê>Ê`iÌ>ˆi`Ê ÕÀÀˆVՏՓÊ6ˆÌ>iÊ >˜`Ê>ÊÀiVi˜ÌÊ«…œÌœ}À>«…Ê̜\

VCA**

ISO 9001 ISO 14001 BUREAU VERITAS Certification

VINCOTTE

19/06/2010 19:24:40

Bulli 2010_2  
Bulli 2010_2  

Aneil Bulli 2010_2

Advertisement