Page 1

bulli Fréijoer 2010

EDITEUR RESPONSABLE Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG

Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

10/03/2010 22:41:50

Bulli Freijor 3.indd 1


Iwersiicht 2/2010 3 4 6 9 16 19 21

Virwuert Den Comité 2010 AG 2009 Steckbréifer Comité Visite vun der Gare Belval-Université Visite Cargolux Invitatioun Table Ronde

Impressum Responsablen Editeur:

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: komitee@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 De Bulli kënnt 4 Mol am Joër eraus an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:

Marc Becker, Danièle Mousel, Paul Nathan

Chefredakteren:

Gilberto Fernandes, Paul Nathan

Layout:

Marc Becker, Danièle Mousel

Cover:

Rita Kreins, Line Friob, Max Friob

Drock:

Imprimerie Rapidpress D’ Reproduktion vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemat ginn. D’ Artikelen engagéiren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gi vu Studenten, déi hier ANEIL’s Charge niervt hieren eigentlëche Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung erauszebréngen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt ginn.

Bulli Freijor 3.indd 2

10/03/2010 22:41:50


Virwuert

bulli

Fréijoer 2010

Virwuert Salut Memberen a Frënn vun der ANEIL, Et ass lo schon eng Zäitchen hier datt d’ANEIL hier Generalversammlung hat an en neie Comité gewielt ginn ass. Eng ganz Partie nei Memberen hunn sech entscheet fir am Comité matzeschaffen, wat natierlech eng gutt Saach ass fir flott Aktivitéiten kënnen ze organiséieren. Déi genau Zesummestellung vum Comité kënnt dir op deenen nächste Säiten noliesen. Ech wëll awer och profitéieren fir deenen alen Comitésmemberen fir hier Aarbecht déi si fir d’ANEIL geleescht hunn Merci ze soen. De Comité vun dësem Joer ass och héich motivéiert an probéiert säin Bescht ze maachen. Mir waren schon op 4 Schoulaktiounen, wou mir probéiert hunn de Schüler den Ingenieursstudium an Beruff méi no ze bréngen. Als éischt Visite vun dësem Joer ware mir den neien Hangar vun der Cargolux kucken an déi nächst Visite ass och schon fir den 2. Abrëll geplangt. Dësen Dag fënnt och Mëttes um 15:00 Auer eis traditionell Table Ronde an der Chambre de Commerce um Kierchbierg statt mat Owes enger Soirée Ingénieur an Clausen. Profitéiert vun dëser flotter Geléigenheet fir mat Firmen a Kontakt ze kommen. Bei der Sich no engem Stage oder no enger Aarbechtsplaz sidd dir hei op der richteger Plaatz an dir gidd aus éischter Hand informéiert. Ech hoffen Iech all op der Table Ronde an och Owes ze gesinn an wënschen Iech vill Spaass bei der Lektür vum neie Bulli. Äre President Michel Hansen

3 Bulli Freijor 3.indd 3

10/03/2010 22:41:50


De Comité 2010

bulli

Fréijoer 2010 Michel Hansen Président Oochen - Maschinenbau

Marc Becker Vice-Présidente Oochen - Bauingenieur

3, rue des prés L-3336 Hellange Tel: +352 511077 GSM: +352 691562271

1, rue de la rivière L-3276 Bettemburg GSM:+352691626891

Marienbongard 28 D-52062 Aachen Tel: +49 241 116 034 80 michel.hansen@aneil.lu

Bismarckstr. 181 D-52066 Aachen GSM: +49 176 23600573 marc.becker@aneil.lu

Danièle Mousel Secrétaire Oochen - Entsorgungsing.

Yves Roth Trésorier Karlsruhe - Maschinenbau

7, rue des Vergers L-7338 Heisdorf Tel: +352 33 79 28 GSM: +352 661 914 213

16, rue Eechelsbaach L-4871 Lamadelaine Tel: +352 50 27 26 GSM: +352 691 91 50 70

Karlsgraben 27 D-52064 Aachen GSM: +49 176 20336956 daniele.mousel@aneil.lu

Philippsstrasse, 4 D-76185 Karlsruhe GSM: +49 151 29110894 Yves.Roth@aneil.lu

Lis Cloos Programme d’échanges Zürich - UmweltNW

Max Schmitz Programme d’échanges Zürich - Maschinenbau

13, rue des Alliés L-4712 Pétange GSM: +352 621 161785

45, rue Louis XIV L-1948 Luxembourg

Götzstrasse 5 CH-8006 Zürich Tel: +41 43 535 93 25 GSM: +41 76 402 19 85 lis.cloos@aneil.lu

Viktoriastrasse 60 CH-8050 Zürich GSM: +41 79 595 5281 max.schmitz@aneil.lu

Pit Demuth Karlsruhe - Bauingenieur

Yves Duhr Oochen - Informatik Gestion des fichiers & Site Internet

14, rue Eich L-3352 Leudelange Tel: +352 378801 GSM: +352 661 799369

16, Kaulepad L-9167 Mertzig GSM: +352 621 483134

Délégué aux relations publiques

Kriegsstrasse, 130 D-76133 Karlsruhe Tel: +49 7214706028 pit.demuth@aneil.lu

Paul Nathan Délégué aux publications Oochen - Bauingénieur 107, cité Hierzesprong L-3728 Rumelange GSM: +352 621 354162 Roermonder Str. 108 D-52072 Aachen paul.nathan@aneil.lu

Auf der Hörn, 3

52074 Aachen GSM: +49 178 8929370 yves.duhr@aneil.lu

Gilberto Fernandes Délégué aux publications Oochen - Bauingénieur 6, rue des Pêcheurs L-9552 Wiltz GSM: +352 691 957 239 Roermonder Str. 15 D-52072 Aachen gilberto.fernandes@aneil.lu

4 Bulli Freijor 3.indd 4

10/03/2010 22:41:51


Fréijoer 2010 Tom Schmitt Relations intercercles Kaiserslautern - Architektur 17, rue Hamen L-5219 Sandweiler GSM: +352 621 768 441 tom.schmitt@aneil.lu

Jean-Luc Rippinger Responsable Foire de l’étudiant München - Luft- und Raumfahrt

De Comité 2010

bulli

25, rue de la Tuilerie L-4336 Esch/Alzette GSM: +352 621132330 Gunta-Stölzl-Str. 5 80807 München GSM: +49 176 63142436 jean-luc.rippinger@aneil.lu

Annick Becker Responsable sponsoring Bruxelles - Ingénieur civil architecte 57, Duerfstrooss L-9644 Dahl Tel: 899458 GSM: 691811123 Avenue des courses 24 B-1050 Bruxelles GSM:+488484186 annick.becker@aneil.lu

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.lu 5 Bulli Freijor 3.indd 5

10/03/2010 22:41:52


AG 2009

bulli

Fréijoer 2010 ASSEMBLEE GENERALE ANEIL 2009

Den 27. Dezember 2009 huet d´ANEIL hir jäerlech Assemblée Generale um eichten Stack vum Urban City ofgehalen. Nodeems d´Invitatiounen fir d´AG per E-mail verschéckt ginn sinn, hunn sech dann och géint 20:00 zuelreich Memberen an Frënn vun der ANEIL am Urban City anfonnt. Hei konnt all Member vun engem gudden Fräibéier profitéieren an sech parallel dozou projezéiert Photoen vun der ANEIL´s Excursioun, di dëst Joer an den USA stattfonnt huet, op enger Leinwand ukucken. Gestart huet d´AG dann offiziellwei all Joer mam Mot de bienvenuedu President wou den Max all d´Memberen begréisst huet. Wei schon´s um Ordre du jour ugekënnegt gouf ass et duerno dann direkt mam Rapport iwwert d´Aktivitéiten déi am Laf vum Joer 2009 stattfonnt hunn fieru gang. Niewent den villen Schülerinfoen an dem Stand op der Foire de l´etudiant, wou d´ANEILsech engagéiert fir den Beruff vum Ingenieur den Lycées Schüler méi transparent ze maachen huet d´ANEIL am Joer 2009 net manner wei 8 interessant Visiten an Excursiounen fir hier Memberen organiséiert. (Solar Wood Technologies S.A, CIMALUX, Table Ronde, A+P Kiefer Omnitec, SEBES, USARees, ArcelorMittal Bettembourg, Gare Belval) Speziell ervirzehiewen ass dobäi d´Rees an d´USA wou insgesamt 22 Memberen vun engem emfangreichen Programm profitéiert hunn deen sech iwwert 10 Deeg verdeelt huet. No der Presentatioun vun den Aktivitéiten war et dann um Jean fir de finanziellen Rapport ze maachen. Opgezielt huet heen di wichteg Annahmen an Ausgaben di am Joer 2009 ugefall sinn, firwat Suen gebraucht ginn sinn an weivillelo nach op den Konten iwwreg ass. Fir den Bilan méi transparent ze maachen ass all Member eng Kopie vum ANEIL´s Bilan 2009 ausgedeelt ginn. D´Keesereviseuren waren dann och ganz zefridden mam Jean senger Aarbecht an hunn him Decharge ginn. No der Tribune Libre wou d´Méiglechkeet besteet fir Punkten unzeschwätzen di net um Programm stinn, waren d´Memberen domat averstan fir dem ganzen Comité Decharge ze ginn. Am nächsten Punkt vum Programm hun sech dann dei Memberen virgestallt déi sech fir den Comité 2010 opgestallt hunn. Vu que datt dëst Joer 9 nei Kandidaturen eran komm an et un Aarbecht bei der ANEIL net fehlt ass kuerzer Hand decidéiert ginn keng Wahlen oofzehalen mee den Comité ëm 4 Platzen ze vergréisseren. Nei dobäi am ANEIL´s Comité sinn dëst Joer: Max Schmitz, Yves Duhr, Gilberto Fernandes, Pol Nathan, Yves Roth, Annick Becker, Pit Demuth, Jean-Luc Rippinger, Tom Schmit.

6 Bulli Freijor 3.indd 6

10/03/2010 22:41:52


AG 2009

bulli

Fréijoer 2010 D´Chargen sinn wie follegt verdeelt ginn: President- Michel Hansen; Vize-President- Marc Becker; Daniele Mousel- Sekretärin; Lis Cloos- Programme d´echange; Max Schmitz- Programme d´echange; Pol Nathan- Delegue aux Pubications; Gilberto Fernandes- Delegue aux Pubications; Yves Duhr- Gestionnaire des fichiers & Site Internet; Yves Roth- Tresorier; Annick Becker- Sponsoring; Pit Demuth- Delegue aux relations publiques; Jean-Luc Rippinger- Responsable Foire de l´etudiant; Tom Schmit- Relations intercercles. Nodeems den neien Comité den ANEIL´s Memberen virgestallt ginn ass hunn di den Comité approuvéiert an nach 2 Keessereviseuren fir d´nächst Joer gewielt. Des Chargen iwwerhuelen den Pol Dax an den Jean Mahowald. Am Uschloss zum offiziellen Programm gouf et dann nach Fräibéier fir d´Memberen an d´Occasioun sech ënnereneen auszetauschen iert d´AG dann zu engem Enn komm ass. Am Uschloss zu dësem Artikel well ech awer nach en grousse Merci lass ginn un den gesamten Comité vum Joer 2009 fir di super Aarbecht di si während dem ganzen Joer erbruecht hunn. Speziell un den Max, Micky, Jean, Marc an Joel di sech no dësem Joer aus dem Comité zeréck zeien.

Paul Nathan

7 Bulli Freijor 3.indd 7

10/03/2010 22:41:53


Invitatioun Soirée Ingeneiur

Don’t worry, just study ! Enfin la vie d’étudiant ! Une étape passionnante de votre vie, pleine de nouvelles libertés et défis. Afin que vous puissiez vous concentrer sur l’essentiel, vos études, axxess UNIF vous propose des cartes bancaires gratuites, des retraits sans frais, des prêts étudiants subventionnés, des garanties locatives à bas prix… Autant d’avantages qui vous facilitent la vie d’étudiant. Plus d’infos en agence BCEE et sur www.bcee.lu.

Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, Place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. : (+352) 4015-1 Bulli Freijor 3.indd 8

10/03/2010 22:41:53


Fréijoer 2010 Steckbréifer vum Comité 2010 Fir dass dir den Comité vun desem Joer kennt besser kennenleieren, sinn op den nächsten Säiten puer Steckbréifer resuméiert, sou dass der Iech alt een klengt Bild vun den Persounen déi am Moment d’ANEIL féieren kennt man:

Steckbréifer Comité

Invitatioun Soirée Ingeneiur

bulli

Numm: Hansen Virnumm: Michel Alter: 26 Studium: Maschinenbau & Wirtschaftsingenieur Spezialisatioun: Produktiounstechnik, sin am leschte Joer, also geschwënn fänkt den Eescht vum Liewen un Uni(stadt): RWTH Oochen E-Mail: michel.hansen@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Président Verainer: ANEIL, AVL, FC Red Boys Aspelt, La Lyre Helleng Hobbyen: Sport allgemeng, Trompette, doheem eppes schaffen, mat Kolleegen feieren… Musék: Queesch duerch de Gaard Lieblingsfilm: Forrest Gump, Enemy at the Gates Lieblingsbuch: / Motto: Carpe diem Virwaat ANEIL: Well ech ët wichteg fannen, fir virun allem d’Schüler fir den Ingénieursberuf ze begeeschteren Numm: Becker Virnumm: Annick Alter: 21 Studium: Ingénieur civil architecte Spezialisation: / Uni(stadt): ULB Bréissel E-mail: annick.becker@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Responsable sponsoring Verainer: ANEIL Hobbyen: Photographéieren, reesen Musek: Vun A wéi Acid Jazz (St Germain, Bonobo, Thievery Corporation), iwwert I wéi Indie (Tomte, Bon Iver) bis T wéi Trip Hop (Massive Attack, Lamb), sou zimlech alles queesch duesch de Gaart (Spoon, Ghinzu, Teddybears). Lieblingsfilm: Op een Lieblingsfilm kann ech mech nek festleen, mee zu mengen Favoriten gehéieren Lucky Number Slevin, Requiem For A Dream an Thank You For Smoking. Lieblingsbuch: “La part de l’autre” vum Eric-Emmanuel Schmitt Motto: Sou eppes hunn ech nek. Virwaat ANEIL: Ech fannen ee Lien zwëscht dem Studium an dem Aarbeschtsmarché wichtëg, ënnert aanerem fir ze gesinn wat een fir verschidden Méiglechkeeten un Ingenieursberuffer spéider huet. Dofir fannen ech d’Engagement vun der ANEIL wichteg, Schüler an Studenten z’informéieren an gleichzeiteg Kontakter zur Industrie ze knüpfen.

9 Bulli Freijor 3.indd 9

10/03/2010 22:41:54


Fréijoer 2010 Numm: Nathan Virnumm: Paul Alter: 25 Studium: Bauingenieurwesen Spezialisation: Baubetrieb, Projektmanagement an Gebäudetechnik Uni(stadt): RWTH Aachen E-mail: paul.nathan@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Délégué aux publications Verainer: U.S.Rumelange, AVL, Aneil Hobbyen: Laafen, Fussball Musek: lauschteren ziemlech alles ausser Fuesmusik Lieblingsfilm: Friday Night Lights, Platoon Lieblingsbuch: Power, Animal Farm Motto: Life is what you make of it. Always has been, always will be. Virwaat ANEIL:Well ech der Meenung sin datt dei studeirend Ingenieuren eng stuark Vertriedung brauchen dei hier Intérêten repäsenteieren.

Visite Visite Solarwood Solarwood

Steckbréifer Comité

bulli

Numm: Fernandes Virnumm: Gilberto Alter: 25 Studium: Bauingenieurwesen Spezialisation: Konstruktiver Ingenieur Uni(stadt): RWTH Aachen E-mail: gilberto.fernandes@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Délégué aux publications Verainer: Aneil, VC Standard Woltz Hobbyen: Volleyball, raus goen an sech gudd amuséieren Musek: vun allem wat grad gudd klengt Lieblingsfilm: The day after tomorrow Lieblingsbuch: Harry Potter  Motto:no risk no fun Virwaat ANEIL: Well ech d'Studenten fir den Ingenieursberuff begeeschteren wëll, an op desem Wee weisen wëll, wei wichtëg den Kontakt matt der Berufswelt niewend dem Studium ass.

10 Bulli Freijor 3.indd 10

10/03/2010 22:41:55


Steckbréifer Comité

Visite Visite Solarwood Solarwood

bulli

Fréijoer 2010 Numm: Schmitz Virnumm: Max Alter: 21 Studium: Maschinebau Spezialisation: Energy Flows and Processes Uni(stadt): ETH Zürech E-mail: max.schmitz@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Programmes d’échanges Verainer: ANEIL, LSZ, REEL.org, Swimming Luxembourg Hobbyen: Schwammen Musek: allerhand Lieblingsfilm: Pulp Fiction Lieblingsbuch: am moment Watchmen – Alan Moore Motto: wer dir eine Bratwurst brät der hat ein Bratwurstbratgerät Virwaat ANEIL: well et wichteg ass den Schüler Informatiounen aus éischter Hand iwwer den Studium kënnen ze ginn, genausou wéi d’ Studenten der Industrie méi no ze bréngen.

Numm:Roth Virnumm:yves Alter:23 Studium:maschinnebau Spezialisation:keng ugestriewt fahrzeugtechnik Uni(stadt):karlsruhe E-mail:yves.roth@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Tresorier Verainer: aelk aneil Hobbyen: pc autoen Musek: house trance Lieblingsfilm:gone in 60 seconds Lieblingsbuch:halo der erstschlag Motto: live longer then your enemies Virwaat ANEIL: fanne et wichteg dass d schueler de beruf vum ingenieur kenneleiern

Numm: Duhr Virnumm: Yves Alter: 23 Studium: Informatik Spezialisation: Embedded Systems Uni(stadt): Oochen E-mail: yves.duhr@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Gestion des fichiers & Site Internet Verainer: FC Sporting Mertzig Hobbyen: Fussball, Boxen, Kino Musek: Sou zimmlech alles Lieblingsfilm: The Good, the Bad and the Ugly Lieblingsbuch: Herr der Ringe Motto: Alle die von Freiheit träumen, soll’n das Feiern nicht versäumen! Virwaat ANEIL: Fier d’Schüler ze informeieren, daat den Ingenieur een ineressanten an villsaitegen Beruf ass.

11 Bulli Freijor 3.indd 11

10/03/2010 22:41:55


Fréijoer 2010 Numm: Schmit Virnumm: Tom Alter: 25 Studium: Architektur Spezialisation: keng Uni(stadt): Kaiserslautern E-mail: TomChrysler@internet.lu oder tom.schmit@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Responsable Intercercles Verainer: LuxCruisers - Chrysler PT Cruiser Club, DT 71 Sandweiler, LSK, Joe Cool Hobbyen: (Amerikanesch) Autoen, Architektur, Kino, Reesen, an de Fitness goen, rausgoen Musek: vun allem Lieblingsfilm: The Departed, Gran Torino, Death Proof, Filmer mam Chevy Chase an John Candy Motto: hm, gudd Fro... Virwaat ANEIL: Wëll d’Studente vun eis Informatiounen aus eischter Hand kreien, dei sie op hiiren speideren Studium a Beruff virbereeden an wëll een duerch Visiten an aaner Evenementer d’Meiglechkeet huet eischt Kontakter an der Ingenieursbranch ze knüpfen.

Invitatioun InvitatiounSoirée SoiréeIngeneiur Ingeneiur

Steckbréifer Comité

bulli

Numm: Cloos Virnumm: Lis Alter: 24 Studium: Master Environmental Sciences Spezialisation: Human-Environment Systems, Sustainable Energy Use Uni(stadt): Zürich E-mail: lis.cloos@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Déléguée programmes d‘échanges Verainer: LSZ, croix-rouge de la jeunesse (ass daat e verein??) an natierlech ANEIL Hobbyen: allerhand ënnerhuelen, Lafen, croix-rouge Musek: Ech sinn extrem onmusikalesch, dat äussert sech och am mengem Musiksgoût :-) Lieblingsfilm: mmh… schwiereg Lieblingsbuch: mmh… nach méi schwiereg Motto: Ech fuere meeschtens mam ÖV oder soss mam Auto, Motto hunn ech keen :-) Virwaat ANEIL: Firwat ech an der ANEIL sinn: Well Zürech vill ze laang ënner representéiert war :-), well ech et wichteg fannen dass ee schon fréi d’Industrie an aner Leit/ Studenten aus dem Gebitt kenne léiert a well et menger Meenung no wichteg ass, d’Schüler iwwert de Studium an de Beruff vum Ingenieur ze informéieren an och dofir ze begeeschteren

12 Bulli Freijor 3.indd 12

10/03/2010 22:41:56


Steckbréifer Comité

Invitatioun InvitatiounSoirée SoiréeIngeneiur Ingeneiur

bulli

Fréijoer 2010 Numm: Demuth Virnumm: Pit Alter: 23 Studium: Bauingenieurwesen Spezialisatioun: Raum- an Infrastrukturplanung Uni(stadt): KIT (Karlsruher Institut für Technologie) Funktioun an der ANEIL: Délégué aux relations publiques (Responsabel fir Visiten) Veräiner: ANEIL, AELK, LGSL Hobbyen: Scouten, alles wat en Student sou gären mecht Lieblingsfilm: Die Hard I-IV Musek: Multikulti vun daitschem Musik Wéi gesin ech mech an 10 Joer: bauen grad un den rouden luuchten fir den Weltallverkeier Motto: Every day is a gift, also hierf dain Aarsch an lucht an mach eppes Firwat sin ech an der ANEIL: Schüler sollten Informatiounen iwwert den Ingenieursberuf vun Leit kreien dei nach matten am Studium sin. Sie kennen dei bechten Informatiounen gin an hinnen bei der Wahl vun hierer Unistadt gudd berooden. Kontakter an Austausch mat den Firmen soll och net se kuerz kommen.

Numm: Mousel Virnumm: Danièle Alter: 23 Studium: Entsorgungsingenieurwesen Spezialisation: Siedlungswasserwirtschaft Uni(stadt): RWTH Aachen E-mail: daniele.mousel@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Tippse ☺ (Sekretärin) Verainer: Aneil, AVL Hobbyen: Liesen, Filmer, Musék, Sport an op den Tour goen Musek: je no Laun Lieblingsfilm: Garden State, Forrest Gump Lieblingsbuch: am Moment d‘ Millenium-Trilogie Motto: / Virwaat ANEIL: Ech fannen et wichteg, dass et eng Austauschplattform tëscht den Ingénieursstudenten gëtt wou en gläichzäiteg och schon éischt Kontakter mat der Industrie kréien kann. Ausserdeem ass et wichteg, datt een de Schüler vun haut matdeelen kann, wat sou ee Studium eigentlech duerstellt a wéi een opgebaut ass, sou dat si méi genee Virstellungen vun dem dach vague Begrëff Ingéneur kréien a wessen wat op si duerkënnt.

13 Bulli Freijor 3.indd 13

10/03/2010 22:41:56


Steckbréifer Comité

bulli

Fréijoer 2010 Numm: Rippinger Virnumm: Jean-Luc Alter: 23 Studium: Luft- und Raumfahrt Spezialisatioun: Thermofluiddynamik und Numerische Simulation Uni(stadt): TU München E-mail: Jean-Luc.Rippinger@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Responsable pour la foire de l‘étudiant Veräiner: ANEIL Hobbyen: Velo, Fussball Lieblingsfilm: 8 mm Musek: Muse Lieblingsbuch: The second world war (Winston Churchill) Motto: Some days I just pray to the god of sex and drums and rock’n roll Firwat sin ech an der ANEIL: Mer as et wichteg, dass e stoarke Kontakt zwëschen de Studenten an der Industrie zu Lëtzebuerg besteet. Dovunner profitéieren béid Säiten. Genau sou wichteg as et ménger Meenong no, Schüler fir d’Karrier vum Ingenieur ze begeeschteren. Nëmme gutt ausgebillte Leit, garantéieren och an Zukunft dass de Standort Lëtzebuerg compétitif an interessant bleift. Numm: Becker Virnumm: Marc Alter: 25 Staat/Duerf: Betebuerg Studium: Bauingenieur Spezialisatioun: Konstruktiver Ingenieurbau Uni(staat): RWTH-Aachen Email: marc.becker@aneil.lu Funktioun an der ANEIL: Vice-Président Firwat ech an der ANEIL sinn: Et mescht mer Spaass ons Ideen an Iwwerleeungen an enger motiveirter Equipe ëmzesetzen. Nieft der Opklärung an der Berodung vun den Schüler wat den Ingenieursberuff ubelaangt droen ech gär main Deel dozou bei den Ingenieursstudenten aus deenen verschiddensten Stied d’Meiglechkeet ze ginn sech an och d’Industrie op onsen Visiten, Soiréen an der Table Ronde kennen ze leieren.Motto/Lieblingszitat: Life is what happens to you while you’re busy making other plans. (John Lennon) Verainer: ANEIL, AVL Hobbyen: Basketball, Laafen, Musek: geet eichter an die Richtung Rock, Metal Lieblingsfilm: The Island, butterfly effect, the illusionist Lieblingsbuch: Glück kommt selten allein

14 Bulli Freijor 3.indd 14

10/03/2010 22:41:57


Visite vun der Gare Belval-UniversitĂŠ Bulli Freijor 3.indd 15

10/03/2010 22:41:58


Visite vun der Gare Belval-Université

bulli

Fréijoer 2010 Visite vun der Gare Belval-Université Den 19. Dezember 2009 hunn eng gud 15 Ingénieurs-Studenten den verschneiten Strossen getrotzt an sech op den Wee gemaach fir sech déi lescht Visite déi d’Aneil am Joer 2009 organiséiert huet net entgoen ze loossen. Et handelt sech dobäi em déi nei Gare zu Belval, déi vun der CFL schon mat „Prochain arret: Belval-Université“ ungekennecht get, obwuel vun der Universitéit nach neicht ze gesinn ass. D´Visite gouf vum Dipl.-Ing. Joé Welter gehal mat Ënnerstëtzung vun den Dipl.Ingenieuren Christian Weiwers an Michel Kimmes. Deen engem oder aneren treien Bulli-Lieser dierft den Joé Welter bekannt virkommen vue que dass hien an den Joeren 2004/2006 am Aneil’s Comité fir den Bulli zoustänneges war. Op der Table Ronde 2009, wou en zesummen mat aneren Ingénieuren Paul Wurth virgestallt hat, huet en ons spontan agelueden fir säin aktuellen Projet kucken ze kommen. Déi Invitatioun wollten mer ons net entgoen loossen an sou stoungen mer kuerz virun Chrëschtdag virun der Dier. Bei der Gare zu Belval handelt et sech em dat neit Agangsportalfir den ganzen Site Belval. Als Haaptverbindung zum „P+R“ kommen hei net nëmmen déi Leit un déi den ëffentlechen Transport benotzen, mee och deijenech déi sech mat hirem Auto duerch den alldeeglechen Beruffsverkéier kämpfen. Op dës Art an Weis ass d’Gare een zentralen Projet vum Site Belval an probéiert och duerch seng Form an déi agesaten Materialien een innovativen, architektoneschen Highlight ze sinn. Deen éischten Steen ass schon den 9 November 2006 geluecht ginn. Mëttlerweil sinn +/- 4500 m3 Beton an +/- 850.000 t Stol verbaut an den Projet befend sech an senger Endphase. Missiounen vun Paul Wurth Paul Wurth ass an desem Projet beoptragt ginn vun der CFL, fir d’Projektleedung ze iwwerhuelen an ass fir di folgend Missiounen zoustänneg: Direction technique du projet Suivi technique des études d’exécution Planification de l’opération Gestion appels d’offres Suivi technique de la réalisation Direction générale de chantier Gestion financière

Planungsphase An der Planungsphase goufen 2 Szenarioen analyséiert un Hand vun deenen d’Gare dimensionéiert sollt ginn. Op där enger Säit war deen wahrscheinlechen Persounenverkeiersopkommen ze berücksichtegen deen entsteet wann di 20.000 Aarbechtsplazenmol eng Kéier um Site Belval erschaaft sinn. Vun deenen 20.000 Leit giffen der schätzungsweis 8000 den ëffentlechen Transport benotzen. Deen aneren Szenario ass den Fall vun enger Massenveranstaltung an der Rockhal. Do get mat enger Spëtzt vun 4000 Persounen pro Stonn gerechent wou een allerdéngs dann nach di 1000 Persounen vum Shopping Center Belval-Plaza muss dozou zielen.

16 Bulli Freijor 3.indd 16

10/03/2010 22:41:58


Fréijoer 2010

Lageplan Wat den Lageplang ubelaangt leit d’Gare genau hannert dem Shoppingcenter an der Rockhal. Op der Süd/ westlecher säitsoll spéider nach een P&R Parkhaus gebaut ginn.

Visite vun der Gare Belval-Université

bulli

Opbau vun der Gare: D’Fondatiounen lageren op 118 Piliers déi ënnerschiddlech Duerchmiesser vun 600 bis 1200 mm hunn. Den Quai huet eng Breet vun 11 m, eng Längt vun 200 m an den Buedembelag besteet aus Betonplacken. D’Plattform leit op enger Héicht vun 8,20 m (Betonennerkant) iwwert den Schinnen an en kann een iwwert 3 Trapen vun deenen der 2 als Rolltrapen ausgeféiert sinn vum Quai op d’Plattform goen. Eng weider Méiglechkeet besteet doran mat engem Panoramalift, deen zentral geuerdnet ass bis rop ze fueren. Wat den Buedembelag vun der Plattform ubelaangt ass een Betonwerkstein virgesinn ginn. D’Platten sinn no Ofsprooch mat der Adapth (A.s.b.l. fir behënnertegerecht Installatiounen) mat engem blannenleedsystem besteckt dat sech duerch ënnerschiddlech Farw an Uewerflächen bemierkbar mécht.

D’Plattform get vun 16 geneigten stahlbeton Stützen aus Sichtbeton gedroen. Ursprénglech sollten di Stützen nom Architekt sengen Pläng nach méi geneigt ausgefouert ginn, wat awer aus stateschen Grenn dunn net gemaach gouf.

Den Sichtbetonrumpf ass aus em déi 80 Elementer zesummegebaut woubäi all Element aner Dimensiounen huet. Déieenzel Elementer goufen mat engem C30/37 Beton an mat Hëllef vun virgefaerdegten Schalungen an engem Zelt gegoss. Fir all Element op seng Plaatz ze hiewen huet een strengen Planning missen agehalen ginn well zur Zäit vum Chantier den Zuch ënnendrënner erdurech gefuer ass. Weekender fir d‘Gleis ze sperren hunn missen laang am viraus ugefrot ginn.

17 Bulli Freijor 3.indd 17

10/03/2010 22:41:59


Visite vun der Gare Belval-Université

bulli

Fréijoer 2010 Wei een op der Lageplanskiz gesäit kann een den Belval Plaza Complex an dat virgesinnen P&R Parkhaus jeeweils iwwert eng Bréck erreechen. Béid Brécken sinn 5,6 m breet an sinn als geschossheich Stahlfachwerkträger mat säitlecher Verglasung konstruéiert ginn. Iwwert eng drëtt Bréck kennt een direkt bei d’Rockhal. Dees Bréck ass am Geigensatz zu deenen aneren 2 mat 13,2 m en gudd Stéck méi breet ausgefall a besteet vollstänneg aus Stohlbeton. Daachkonstruktioun Waat den Dach (deen vun 6 bis 10 m iwwert der Plattform leit) ubelaangt ënnerscheeden mer am beschten zwëschen Dachkonstruktioun an Dacheindeckung. Dachkonstruktioun besteet aus enger Primärkonstruktioun (33 gewölbten Stohlbinder HEB 300 an HEB 360 am Ofstand vun 3,75 m) an enger Sekundärkonstruktioun (Stohlschwerter mat driwwer leienden Aluminiumsprofiler als Ennerkonstruktioun fir den Foliendach). Daacheindeckung an Sonnenschutz Bei der Dacheindeckung huet een sech en bëssen op een neien Terrain gewot an sech eppes spezielles iwwerluecht. Dacheindeckung besteet aus bedreckten ETFE (Ethylen-Tetrafluorethylen), drockloft ennerstetzten Folienkessen. Dees Wiel ass besonnesch wéinst dem Sonneschütz getraff ginn. Den Prinzip funktionéiert folgendermoossen: zwëschen der äusserster an der banneschter ETFE-Folie befënnt sech an der Mëtt eng drëtt Folie. Dei kann je no bedarf pneumatesch hier Lag veränneren an sech der äusserster Folie unnäheren.

D’Resulat: Dei ganz Dacheindeckung gëtt méi Lichtondurchlässech an den Sonneschütz hellt zou. Di ETFEFolie ass langliewech, dauerhaft UV-bestännech, extrem reißfest an Hagelschlag bestännech no der Schweizer Norm SIA 280.

Bleift just nach dem M. Welter, M. Weiwers an M. Kimmes Merci ze soen fir déi intressant Visite an vill Erfolleg bei dem weideren Verlaf vum Projet ze wënschen. Marc Becker

18 Bulli Freijor 3.indd 18

10/03/2010 22:42:00


Visite Cargolux

bulli

Fréijoer 2010 Visite vum neien Hangar vun der Cargolux Déi éischt Visite vum Joer 2010 war Freides den 19. Februar. Hei hate mir d’Éier den neien Hangar vun der Cargolux beim Findel/Sandweiler kucken ze goen. Dësen neien Hangar ass d’läscht Joer opgaangen a bestécht vu bausse virun allem duerch seng Gréisst an seng markant Architektur. Insgesamt ass den Hangar 200 m breet, 90 m déif an 42 m héich. Bis en awer duerch den Entréesdeel fun der Hal ass an am eigentlechen Hangar ukënnt, muss ee fir d’éischt duerch d’ Sécherheetskontroll. Nom Zoufallsprinzip gëtt entscheet, op een direkt erakënnt, oder duerch d’ Kontroll muss. Dës ass dann och mat der Kontroll op enge normale Fluchhafen ze vergläichen, et muss een duerch e Metalldetecteur an engem säi Gepäck gëtt och geröntgt. Sou komm et dann och dat mir e puer Minutte gebraucht hunn, bis jiddereen an der zone jaune fum Hangar ukomm war. Do si mir dunn an déi grouss Hal gaang, wou och grad 2 Boeing 747 400 F vun der Cargolux stoungen. Begleet goufe mir dobäi vun 2 fréieren Oochener Studenten an ANEILs-Memberen, dem Paul Rasquin an dem Pol Hoffmann. Hinnen op dëser Platz nach eng Kéier e grousse Merci, dat si sech Zäit geholl hunn, fir all eis Froen ze beäntweren. Froe goufen et vun eiser Säit natierlech vill, well en net all Dag sou eng imposant Hal gesäit an sech och net sou dacks e Fliger vu méi no ukucken dran. An der Hal ass Plaz fir 2 Fracht-Fligere vum Tipp Boeing 747 400 F. D’Hal ass sou ausgeluecht, dat een déi 2 grouss Parten (je 97 op 26 m) och nach zoumaache kann, wann zwee sou Fligeren dobanne sinn. Dëst war am ale Hangar net méiglech wat natierlech dozou geféiert huet, dat deelweis bei Minustemperaturen huet misse geschafft ginn. An den neien Hangar vun der Cargolux kommen d’Fligere fir sech entweder engem A-Check oder engem C-Check ze ënnerzéien. Hei kenne Fligere vun der Cargolux selwer gecheckt ginn, aner Quell: www.cargolux.com Airlines kennen awer och ufroe fir sech hei hirem Check ënnerzéien ze dierfen. En A-Check ass méi eng kleng Kontroll déi etwa no all 800 h Stonnen Flugzäit fälleg ass. Dat ganzt dauert dann 24 h éier de Fliger rëm fléie kann. Heibäi erfollegt souzesoen eng Routinesënnersichung vum Fliger. Dee méi opwennege C-Check fënnt etwa all 1 ½ Joer statt. Dobäi bleift de Fliger iwwer Deeg laang am Hangar an zum Deel gëtt och d‘ Verkleedung ausgebaut. Hei gi Reparature virgeholl, Stécker ersat (je no Liewensdauer) an alles gëtt natierlech ganz genee festgehal. Fir sou Checken duerchzeféieren ass natierlech och dat néidegt Equipement fir gewësse Reparaturen duerchzeféieren op der Plaz, trotzdem mussen heiansdo och Ersatzdeeler bestallt ginn. Déi intresséiert Maschinebauer vun eis, hunn déi zwee Paul‘en natirlech och mat Froen zu techneschen Détailer vun de Fligeren gelächert, op déi ech lo net wieder aginn well ech a.) net fum Fach sinn, a b.) irch net mat komplizéierten englesche Fachbegreffer bombardéiere well. Ganz interessant bei sou engem Hangar ass natierlech och déi ganz Logistik vun der Befellung vun sou Frachtfligeren. Mir si jo gewinnt dass d‘ Saachen ëmmer ganz a séier do ukomme wou mir

19 Bulli Freijor 3.indd 19

10/03/2010 22:42:00


Visite Cargolux

bulli

Fréijoer 2010 wëllen, mä fir d‘Saachen iwwerhaapt mol an de Fliger ze verstauen ass net sou einfach. Engersäits well een d’ Platz jo sou gutt wéi méiglech ausnotzen. Anerersäits muss een awer och drop oppassen, dat de Fliger net iwwerluede gett. Och ass et wichteg, dat de Schwéierpunkt vum Fliger vir läit an net hannen, well soss bei engem plëtzleche Loftstouss, d’ Kontroll verluer goen kéint. Zudeem sinn déi Saachen déi en transportéiert jo och méi oder manner empfindlech. Enner anerem gi jo och Déieren transportéiert, Formel 1-Autoen, a gouf spontan och emol eng Kéier e Faass Béier op eng Party bestallt. Bei Déieren musse beispillsweis och genuch Betreier a Veterinairë mat u Bord sinn. Schliisslech mierkt een och an engem grousse Fliger, wann en Elefant am Laderaum ronderëmtrampelt. An de Laderaum muss natierlech och op eng ugepassten Temperatur klimatiséiert ginn, fir dass d’Déieren sech wuel fille an een net op emol e versengte Pinguin aus dem Laderaum huele muss. Och ass et besser wann D’Déieren net mat Berouegungsmëttelen zugepompt ginn, well se soss nach méi nervös ginn, wéi wann se mat enger gewësser Grondnervösitéit den Transport untrieden. Dat bekanntsten Déier wat mat der Cargolux bis lo geflunn ass, ass wuel den Wal aus dem Free Willy Film. Alles an allem war d’ Visite fum Cargolux eng ganz interessant a flott Visite. Fir d’ Fligerfreaken ënnert eis war et flott eenzel Deeler bewonneren ze kennen, an hier Froe lass ze ginn. Och fir Leit, déi et net sou mat Fligeren hunn, war et flott sou eng grouss Hal mat imposante Fligeren ze gesinn.. Zudeem hunn déi ganz Geschichten iwwert den Transport vu Güter natierlech och e gewëssen Ennerhaltungsfaktor. An sou sorgfälteg wéi déi Checken hei duerchgeféiert ginn musse mir eis wuel och keng Suerge em eis léif Gelle Fra, wou d’Cargolux jo och zoustänneg fir den Transport ass, maachen. Danièle Mousel

20 Bulli Freijor 3.indd 20

10/03/2010 22:42:00


Invitatioun Table Ronde

bulli

Fréijoer 2010 D’ANEIL INVITÉIERT DECH OP HIER TRADITIONELL „TABLE RONDE“ DÉI DE FREIDEG DEN 2.Abrell UM 15H00

AN DER CHAMBRE DE COMMERCE 7, RUE ALCIDE DE GASPERI LUXEMBOURG/KIRCHBERG STATTFËNNT.

Den Zweck vun der Table Ronde as ët, éischt Kontakter zwëschen de Studenten an hieren potentiellen Employeuren z´erméiglechen. Dëss Geleegenheet ass net nemmen interessant fir déi Studenten déi geschwënn matt hiren Studien färdech sinn, mee och fir déi déi an nächster Zäit een Stage sichen bei enger vun den groussen Firmen zu Letzebuerg. Du fënns hei Informatiounen aus éischter Hand iwwer Stagen a gesichten Spezialisatiounen an Trender aus der Industrie. De Programm vun der Table Ronde 2010 as (Ufank 15h00): o Begréissung vum Monsieur Michel Hansen, President vun der ANEIL o Presentatioun vun de Responsabelen vun den Entreprisen an Administratiounen o Ufank vun der Table Ronde a Réceptioun offréiert vun der FEDIL.

Och dëst Joër gi mir zou dëser Gelegenheet d’Brochure „4 ß contact“ eraus, déi op der Table Ronde verdeelt gëtt, an an där d´Entreprisen, déi Ingénieuren astellen, mat hiren Rekruteirungsmethoden viergestallt ginn. Umellen kanns du dech via email op marcbecker84@gmx.net andems du deng Studienstad, deng Studienrichtung an dei Studiensemester ugess. Marc Becker

21 Bulli Freijor 3.indd 21

10/03/2010 22:42:01


Invitatioun Table Ronde

bulli

Fréijoer 2010

Soirée Ingénieur

’’

Freides, den 2 Abrell Space Bar (Rives de Clausen)

Léif Memberen, d’ANEIL huet sech dëst Joer geduecht se giff mol amplaz vun engem Bal een gesonden Fräibéier fir iech all sprangen loossen. Lass geet dat Ganzt um 22 Auer, 1. Stack an der Spacebar (an der Rives de Clausen) „jusqu’à epuisement du stock’’, also sidd fréi genuch un, wann der wëllt dovun profitéieren!

22 Bulli Freijor 3.indd 22

10/03/2010 22:42:01


Bulli Freijor 3.indd 23

10/03/2010 22:42:01


BGL BNP Paribas S.A. (50, avenue JF Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Mars 2010 Communication Marketing

www.lebondepart.lu Vous avez entre 18 et 29 ans et vous êtes étudiant ? Notre offre Jeunes Etudiants1 est la solution pour vous : un package compte courant gratuit2 durant toute la durée de vos études, des cartes de paiements, l’accès au web banking, un prêt étudiant à 2 %3 comprenant l’assurance Europ Assistance4 (exclusivité BGL BNP Paribas) d’une valeur annuelle de 200 € et des avantages loisirs toute l’année (suivant le package choisi). Renseignez-vous vite en agence auprès de nos conseillers dédiés ou sur lebondepart.lu 1) Offre soumise à conditions et sous réserve d’acceptation du dossier. 2) Gratuité sur 12 mois renouvelable jusqu’à la fin des études. 3) TAEG : 2% pas de commissions, pas de frais accessoires. 4) Conditions générales disponibles en agence. Bulli Freijor 3.indd 24

10/03/2010 22:42:02

Bulli 2010_1  
Bulli 2010_1  

Aneil Bulli 2010_1

Advertisement