Page 1

bulli Hierscht 2009

EDITEUR RESPONSABLE Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG

Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG PORT PAYE P/S. 083

24.09.2009 22:39:07

BulliHirscht2409final.indd 1


Iwersiicht 3/2009 3 4 6 10 14 18 21

Virwuert Den ANEIL-Komitee 2009 Visite A&P Kieffer Desertec Visite Sebes Rätsel Foiren

Impressum Responsablen Editeur:

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: komitee@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 De Bulli kënnt 4 Mol am Joër eraus an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren:

Marc Becker, Max Friob, Michel Hansen, Danièle Mousel

Chefredakteren:

Marc Becker, Danièle Mousel

Layout:

Marc Becker, Danièle Mousel

Cover:

Rita Kreins, Line Friob, Max Friob

Drock:

Imprimerie Rapidpress D’ Reproduktion vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’ Quell ugi gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemat ginn. D’ Artikelen engagéiren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gi vu Studenten, déi hier ANEIL’s Charge niervt hieren eigentlëche Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung erauszebréngen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt ginn.

BulliHirscht2409final.indd 2

24.09.2009 22:39:07


Virwuert

bulli

Hierscht 2009

Léiw Memberen, No engem vill ze vill kuerzem Summer an no vill ze vill schlechtem Wierder ob eiser Stauvisite, fir dat ech mech hei an aller Form entschëllegen, mellt sech d’Aneilteam mat hirem Hierschtbulli erëm zeréck. An d’A sprangen dierft dobäi an dëser Ausgab eis nei Rubrik, an där dir ganz intressant Messen a Foirë ronderëm d’Industrie, d’Wëssenschaft oder äert Studium fannt. Mer hoffen, dass dat ärem Gout entsprécht, an dass dir och di eng oder aner Geleeënheet fanne wäert fir sou eng Expositioun kucken ze goen (eis Aarbecht soll jo schliisslech net fir de Kueder sinn). Weiderhi wollt ech am neien Unisjoer dann och nach ob är Kooperatioun zielen, fir dass der ären neie Studenten och di néideg Informatiounen iwwert d’ANEIL gitt. A wann ech scho am Gaang sinn: An ongeféier 3 Méint feiert de Aneilskomitee vun 2009 säi Joresjubiläum, ob deem mer frou wieren, wann mer dann och ee puer vun äre Gesiichter giffen do gesinn di fräiwëlleg bei der Opstellung vun engem neien, natierlech nach besserem Komitee, wéilten hëllefen... Bis dohinner as et awer nach eng Zäit, an dofir wënschen ech iech lo mol als éischt vill Freed bei der Lektür vun dësem Bulli.

Äre President, Max Friob.

3 BulliHirscht2409final.indd 3

24.09.2009 22:39:08


De Comité 2009

bulli

Hierscht 2009 Max Friob Président Oochen - Maschinenbau

Micky Dauphin Vice-Présidente Karlsruhe - Architektur

54, rue de Dahlem L-4997 Schouweiler Tel: +352 37 20 28 GSM: +352 661 241 283 friob@gmx.net

3, rue Belle-Vue L-7309 Steinsel Tel: +352 33 98 73 GSM: +352 661 171 083

Marc Cloos Secrétaire Oochen - Maschinenbau

Jean Mahowald Trésorier München - Physik

13, rue des Alliés L-4712 Pétange GSM: +352 661 77 31 54

30, rue des Prés L-4941 Bascharage Tel: +352 50 25 21 GSM: +352 661 61 36 14

Rolandstr. 7 D-52070 Aachen GSM: +49 176 20 105 342 marc.cloos@web.de

Emanuelstr. 11 D-80796 München GSM: +49 176 24 041 758 mahowaldj@gmx.de

Lis Cloos Programme d’échanges Zürich - UmweltNW

Michel Hansen Délégué aux relations publiques Oochen - Maschinenbau

13, rue des Alliés L-4712 Pétange GSM: +352 621 161785 Götzstrasse 5 CH-8006 Zürich Tel: +41 43 535 93 25 GSM: +41 76 402 19 85 cloosl@student.ethz.ch

Werderstrasse 89, App. 41 D-76137 Karlsruhe GSM: +49 176 22 513 865 mickydauphin@gmail.com

3, rue des prés L-3336 Hellange Tel: +352 511077 GSM: +352 691562271 Marienbongard 28 D-52062 Aachen Tel: +49 241 116 034 80 mihansen83@yahoo.de

Joël Schintgen Gestion des fichiers Lausanne - Informatik

Danièle Mousel Délégué aux publications Oochen - Entsorgungsingenieur

2, op der Schanz L-6225 Altrier Tel: +352 20 40 12 82 GSM: +352 661 64 91 64

7, rue des Vergers L-7338 Heisdorf Tel: +352 33 79 28 GSM: +352 661 914 213

4, ch. des Alouettes CH-1024 Ecublens GSM: +41 79 362 86 16 joel.schintgen@epfl.ch

Karlsgraben 27 D-52064 Aachen GSM: +49 176 20336956 daniele_mousel@hotmail.com

Marc Becker Délégué aux publications Oochen - Bauingénieur 1, rue de la rivière L-3276 Bettemburg GSM:+352691626891 Bismarckstr. 181 D-52066 Aachen GSM: +49 176 23600573 marc_becker6@hotmail.com

4 BulliHirscht2409final.indd 4

24.09.2009 22:39:09


BulliHirscht2409final.indd 5

24.09.2009 22:39:10


Visite Kieffer

bulli

Hierscht 2009 Visite bei A+P Kieffer Freides den 26. Juni stoung fir d´Aneil no Solarwood Technologies an CIMALUX mat a+p Kieffer schon dei 3. Visite fir dëst Joer um Programm. Um 17.00 wann déi meescht Leit et net méi erwaarden kennen hiren méi oder manner wuelverdengten Weekend unzefänken huet sech eng Mëschung vun intresséierten Ingenieurs- an Architekturstudenten op der Cloche d´Or getraff fir d´Entreprise a+p kieffer omnitec ze besichtegen. Mir sinn vum M. Pierre Emile Kieffer perséinlech an dëm Konferenzraum an Empfang geholl ginn an mir kruten een klengen Abléck an d´Geschicht vum Familljebetrib. Den Betrib gouf vun 1924 un vum Fondateur Emile Kieffer gefouert bis seng 2 Jongen Ady an Pierre Kieffer en 1959 iwwerholl hunn. Säit 2000 sinn dunn déi 2 Cousinen Pierre-Emile Kieffer an Mil Kieffer un der Spëtzt vum Betrib. Dunn huet jiddereen vun ons sech kuerz virgestallt, sou dass den M. Kieffer sech een Bild konnt man weieng Studenten do virun ëm setzen. Uschléissend goufen mer en bëssen iwwert den Betrib un sech an seng Aktivitéiten informéiert. a+p kieffer omnitec ass een vun deenen gréissten techneschen Ausrüster an Dingschtleeschter vun der Regioun an beschäftegt den Moment ëm di 300 Mataarbechter vun deenen sech der ongeféier 100 stänneg op Montage befannen. a+p kieffer baut Klima- an Heizungsanlagen, Feierlöschanlagen, Sanitär- an Waasseropbereedungsanlagen fir Industrie an ëffentlech Gebaier. Duerch Forschung an Entwécklung vun den leschten Joeren hunn se sech virun allëm am Beräich vun den Blockheizkraaftwierker spezialiséiert, déi jee no Besoin Keelt, Wiermt an Stroum produzéieren an an ëffentlech oder privat Netzer aspeisen. Zu den Aktivitéiten vun a+p kieffer zielen d´Konzeptioun, d´Montage souwéi d´Steierung an d´Instandhaltung vun den Anlagen. Dat neidescht Material fir den Opbau vun den Anlagen produzéieren si net selwer mä gëtt vun hinnen akaaf. Een besonnescht uleien vun a+p kieffer ass d´Energieoptimeirung. An Zäiten wou d´Energie Ressourcen ëmmer méi knapp ginn gëtt et emmer méi wichteg mat der nach zur verfügbarer Energie méi spuersam an méi effektiv ëmzegoen. Hiert d´Gebai an der Pasteurstroß an der Stad huet net méi genuch Platz gebueden an sou hunn ëm 2001 d´Associéen vun a + p kieffer sech entscheet sech een neien Setz op der Cloche d´Or ze bauen deen am Mëttelpunkt vun onser Visite stoung. Bei dësem Gebai gouf vun Ufank un vill Wäert op di schon ernimmten Energieoptimeirung geluecht. Als Ziel war virun allem den schwäizereschen Minergiestandard ze erreechen. Deen strieft een déiwen Verbrauchsniveau un mat Zeréckgräifen op erneierbar Energien. Den Minergiestandard ass sou definéiert dass d´Endenergiekennzahl fir Heizung, Waarmwaasser, Lüftung an Klimatiséierung vun engëm Gebai net méi wei 40 kWh/m²a bedroen soll.

6 BulliHirscht2409final.indd 6

24.09.2009 22:39:11


Visite Kieffer

bulli

Hierscht 2009 Diesbezüglech gouf alles probéiert fir déi Virgab anzehalen. D´Gebai huet mat den Fënsteren een mëttleren u-Wäert* vun 0,32, doraus ergëtt sech een Wärmebedarf duerch Transmissiounsverloschter an Verloschter duerch Lüftung vun 17 Watt pro Quadratmeter, wat och ongeféier der Kühllast vum Summer entsprécht. Wann een di beschtméiglechst Wärmedämmung an beschtméiglechesten Sonnenschutz wielt bleift den äusseren Afloss op d´Raumklima kleng an kann een gudd mat der Masse vum Gebai schaffen. Duerfir gouf sech fir eng Betonkernaktivierung* entscheet. Fir dass déi hier thermoaktive Eegenschaft awer asetzen kann muss se am direkten Kontakt mat der Loft sinn an däerf net verdeckt sinn. Dat erklärt firwat an den Reim an an den Korridoren vill mat Siichtbeton geschafft gouf. Duerch déi verschidden Moossnamen war et souguer méiglech d´Gebai nëmmen iwwert Betonkernaktivierung, also ouni zousätzlechen System ze hetzen an ze killen. Betonkernaktivierung besteet aus engem Dreileiter-System: 2 Virleef an 1 Recklaaf. Déi 2 Virleef hunn verschidden Temperaturen, 24 °C an 26°C fir déi Beräicher déi vu sech aus manner erhetzt ginn, wei zum Beispill d´Receptioun, Eenzelbüroen an d´Konferenzreim. Wat Beleftung ubelaangt kann een soen dass et sech ëm 100 % Aussenloft handelt déi duerch Wärmerückgewinnung (mat engem Wärmerückgewinnungsgrad vun 78%), adiabatesch* Kühlung an Entfiechtung opbereet gëtt an als Quellloft mat iwwerall der gläicher Temperatur dëm Gebai rëm zougefouert gëtt. D´Gebai pendelt sech moies ëm 21,5 °C an. Dagsiwwer steigt Temperatur dann duerch di ënner Laaschten an duerch d´Sonnestralen op 22,5 °C. Wann et verschidden Mataarbechter dann trotzdem ze waarm as hunn se nëmmen d´Méiglechkeet d´Fënster ganz opzemaache, op dess Manéier gëtt verhënnert dass d´Fënster den ganzen Dag op Kipp steet. Enn Mee sprengt d´Regelung dann op Killung ëm an mat Hëllef vun engem Hybrid-Trockenrückkühler gëtt an der Nuecht den Betonkern gekillt. D´Lüftungsreier leien onisoleiert am Beton. Duerch den adiabateschen Kühleffekt gëtt eng Aussenlofttemperatur mat 40 % relativer Fiichtegkeet ëm 10 K oofgekillt. Wann d´Loft och nach muss entfeucht ginn dann sprengt nach vun Fall zu Fall d´Kompressiouns-Kältemaschin un. Dono huet d´Loft dann nëmmen nach eng Temperatur vun 15 °C waat ze kal waer fir d´Quelllüftung. Mee vue que dass d´Loft nach duerch deen méi waarmen Betonkern fléisst gëtt se nach eng kéier op 20 °C temperéiert an et kann een op eng Nacherhitzung verzichten. Et geet een dovun aus dass di neutral Phase an där weder gekillt nach gehetzt gëtt vun Enn Mäerz bis Ufank Juni an vun Mëtt September bis 1. November dauert. Wann een sech vill Gedanken ëm d´Energieoptimeirung mëscht gouf natierlech och iwwerluecht

7 BulliHirscht2409final.indd 7

24.09.2009 22:39:11


Hierscht 2009 eng Wärmepumpe oder Geothermie anzesetzen. Duerch déi grouss Investitioun an d´Fassade vum Gebai gouf domat gerechent dass een mat nëmmen 3 Liter Mazout pro m² am Joer auskomme géing. Folglech gouf sech dunn fir een Gasbrennwertkessel entscheet. Natierlech gouf och drun geduecht dee Gréissten Notzen aus dem Waasser ze zeien: Dat ganzt Waasser vum Dach leeft an eng 12 Kubikmeter Zistern a steet fir d´Urinal an d´WC-Spülung zur Verfügung. Wann an engem Gebai souvill Technik agesetzt gëtt, ass natierlech net sécher gestallt dass direkt alles vun haut op muer funktionéiert. Sou war et och bei dësem Gebai. Beispillhaft kucke mer ons hei den Heizenergieverbrauch un. Am ale Gebai loung dee bei 138 kWh/m²a a gouf direkt am eichte Joer mat 45,6 kWh/m²a däitlech ënnerbueden. Mee den Zielwäert vun 32,1 kWh/m²a war awer nach net erreecht. Schon am 2 Joer dunn konnt sech de Verbrauch bei 31,1 kWh/m²a apendelen a loung domat souguer ënnert dem ungestriewten Ziel. Nodeems mer dunn genuch Hannergrondinformatiounen iwwert d´Gebai haten hunnmer dunn mam M. Kieffer ee Rondgang duerch d´Gebai gemaach wou mer ons d´Raimlechkeete konnten ukucken an ons dovun iwerzeechen dass et och mat Siichtbeton méiglechass eng optesch agreabel Aarbechtsatmosphär ze schaafen. Insbesonnech de Pausen an Erhuelraum huet de meeschte gudd gefall. No der Besichtegung vum Gebai sinn mer dunn zu dem Enn vun onser 3.Visite komm. Op dëser Platz well ech dem M. Kieffer nach eng kéier Merci soe fir déi intressant Explikatiounen. Bleift nach ze erwähnen dass een sech och un a + p Kieffer omnitec wende ka wann een op der sich ass no enger Studien- oder Diplomarbecht. Marc Becker Erläuterungen: U-wert: Wärmedurchgangskoeffizient [W/Km²], gibt die Energiemenge an, die in einer Sekunde durch eine Fläche von 1 m² fließt, wenn sich die beidseitig anliegenden Lufttemperaturen stationär um 1 K unterscheiden. Betonkernaktivierung: Die Massivdecke wird als Übertragung und Speichermasse genutzt. Durch Rohre, die in die Massivdecke verlegt werden, fließt Wasser das dazu dient den Beton zu erhitzen oder die Wärme des Betons abzuführen. adiabatische Kühlung: Das Prinzip der adiabatischen Kühlung ist dasselbe wie das des Schwitzens, bei dem durch die Schweißabsonderung Wasser verdunstet. Die für die Verdunstung notwendige Wärme wird der Umgebung entzogen, was dazu führt, dass die Haut des Menschen abkühlt. Quelllüftung: Dabei wird die für den Raum erforderliche Zuluft durch bodennah angeordnetete Luftauslässe ausgelassen. Es bildet sich im Bodenbereich ein Frischluftsee, dessen Luft an warmen Flächen, zum Beispiel Menschen nach oben strömt.

8 BulliHirscht2409final.indd 8

24.09.2009 22:39:13

Invitatioun Soirée Ingeneiur

Visite Kieffer

bulli


Invitatioun SoirĂŠe Ingeneiur BulliHirscht2409final.indd 9

24.09.2009 22:39:15


Visite Solarwood

Desertec

bulli

Hierscht 2009 Clean Energy from the deserts of the world Den 09/03/2009 wor an der Chambre de Commerce um Kierchbierg eng intressant Konferenz iwwert d’Méiglechkeeten d’gesamt Welt mat Hëllef vu Sonnenengergie ze versuergen. Well et awer schon eng Zäitchen hir ass an ech mer net konnt al Detail verhalen, mengen ech dass et op dëser Plaatz besser ass, dass d’Desertec Fondatioun selwer hiert Konzept kuerz virstellt. Ech wënsche vill Spaass beim Liese vum dësem Artikel, fir wieder Informatioune kënnt der gären hire Site ob www. desertec.org besiche goen.

Unsere Ausgangssituation In den kommenden Jahrzehnten stellen verschiedene globale Entwicklungen die Menschheit vor ungekannte Herausforderungen. Der Klimawandel, ein Bevölkerungswachstum weit über die Grenzen der Tragfähigkeit der Erde hinaus, das allgemeine Streben nach Wohlstandswachstum und der damit verbundene, weiter steigende Energie- und Wasserbedarf sind die Kernprobleme, mit denen wir konfrontiert sind. 200 Jahre globaler Industrialisierung haben großen Teilen der Menschheit einen zuvor nie erreichten Lebensstandard und höhere Lebenserwartung gebracht. Der Preis dafür waren und sind gravierende Umweltzerstörungen sowie der inzwischen nicht mehr zu übersehende Klimawandel, dessen Folgen das Leben auf der Erde drastisch verändern werden. Die industrielle Prosperität basiert bis heute vor allem auf der Nutzung fossiler Energieträger, deren Verbrennung (erdgeschichtlich etrachtet) innerhalb kürzester Zeit zu einer deutlich höheren CO2-Konzentration in der Atmosphäre führte als jemals zuvor in der Menschheitsgeschichte. Darin liegt die im Wesentlichen unstrittige Ursache für die rapide globale Erwärmung und den extremen Klimawandel, die derzeit zu beobachten sind. Inzwischen verbrauchen über 6,5 Mrd. Menschen mehr natürliche Ressourcen als die Erde regenerieren kann. Der ökologische Fußabdruck der Menschheit ist damit schon heute größer als die Oberfläche der Erde. Der durchschnittliche Temperaturanstieg in der Atmosphäre, das Abschmelzen der Polarkappen und die weltweite Zunahme extremer Wetterereignisse sind deutliche Signale dafür, dass wir die Erde überlasten. Wenn wir unser Handeln nicht entschlossen verändern, indem wir aufhören, die Atmosphäre weiter mit CO2 anzureichern, werden wir katastrophale Folgen zu tragen haben. Prognosen gehen von einem Anstieg des Meeresspiegels um mehrere Meter aus, wenn das Grönland Eis abschmilzt. Dadurch würden viele küstennahe Gebiete unbewohnbar. Andere Gebiete werden aufgrund von Trockenheit unbewohnbar, so dass Millionen von Menschen gezwungen wären, abzuwandern.

Bis 2050 bis zu 10 Milliarden Menschen Hinzu kommt, dass es im Jahr 2050 bis zu 10 Mrd. Menschen geben wird, die sich mit Nahrungsmitteln, Wasser, Energie und Produkten versorgen wollen. Dabei ist schon heute für etwa ein Drittel der Weltbevölkerung der Zugang zu einer Grundversorgung eingeschränkt und für viele Millionen Menschen kaum vorhanden. Dass die wirtschaftlich führenden Nationen ihren Wohlstand behalten oder sogar steigern und gleichzeitig mehrere Milliarden Menschen nach einem ähnlich hohen Wohlstand streben, ist nach dem heutigen Muster des Wirtschaftens unmöglich. Die Konflikte um den Zugang zu natürlichen Ressourcen – vor allem Wasser und Energie – werden sich verschärfen, das Klima wird sich weiter verändern und die Lebensgrundlagen eines Großteils der Weltbevölkerung geraten in ernste Gefahr. Angesichts dieses erschreckenden Befunds darf die Frage heute nicht mehr lauten, ob und wann wir beginnen die Belastung der Erde zu vermindern, sondern sie muss lauten:

10 BulliHirscht2409final.indd 10

24.09.2009 22:39:16


Desertec

Visite Solarwood

bulli

Hierscht 2009

„Wie vermindern wir die Belastung der Erde ab sofort, damit in 40 Jahren bis zu 10 Mrd. Menschen eine ausreichende Versorgung mit Nahrung, Wasser und Energie finden und wir gleichzeitig die Klimaerwärmung mit ihren bedrohlichen Veränderungen der Lebensbedingungen vermeiden?“

Potentiale Wenn es eines im Überfluss gibt, ist es saubere Energie Die Wüsten der Erde empfangen in weniger als 6 Stunden soviel Energie von der Sonne, wie die Menschheit in einem Jahr verbraucht. Die Frage, die wir lediglich beantworten müssen, ist: „Wie kann man diese Energie hinreichend kostengünstig in nutzbare Energie wie Strom umwandeln und zu den Verbrauchern transportieren?“ Das DESERTEC Konzept zeigt hierzu eine Lösung auf, und begegnet nebenbei wirksam allen zuvor genannten globalen Herausforderungen der kommenden Jahrzehnte: Energiemangel, Wassermangel, Nahrungs-mittelknappheit, drastische Reduktion des CO2-Ausstosses u.v.m. Gleichzeitig bietet das Konzept neue Wohlstands- und Entwicklungsperspektiven für bisher wirtschaftlich wenig entwickelte Regionen sowie vielversprechende Wachstumsbereiche für die wirtschaftlich führenden Länder. Nach diesbezüglichen Studien des Deutschen Zentrums für Luftund Raumfahrt (DLR) können in den Wüstengebieten der Erde solarthermische Kraftwerke (engl. Concentrating Solar-Thermal Power Plants – kurz: CSP) sowie möglicherweise andere Technologien, wie konzentrierende Photovoltaik, aus der Solarstrahlung in spätestens 40 Jahren deutlich über die Hälfte des dann anfallenden weltweiten Strombedarfs wirtschaftlich erzeugen. Man müsste nur etwa 0,3% der weltweiten Wüstenflächen mit Kollektorfeldern bebauen, um den heutigen globalen Strombedarf von 18,000 TWh/Jahr zu decken. Pro Mensch wären etwa 20 m2 Wüste erforderlich. Es gibt weltweit ca. 40 Mio. km2. Bei entsprechender Bereitschaft der politischen Entscheidungsträger, jetzt die entsprechenden Rahmenbedingungen zu schaffen, könnte eine Umsetzung des DESERTEC Konzepts vielleicht sogar schon in weniger als 30 Jahren erreicht werden.

Das Desertec Konzept Eine GROSSE globale Chance Nach dem DESERTEC Konzept können mehr als 90% der Weltbevölkerung auf effiziente Weise Solar- und Windstrom aus Wüstengebieten der Erde erhalten – und damit den jeweiligen regionalen regenerativen Energiemix ergänzen. Mit modernen Hochspannungs-Gleichstrom-Übertragungsleitungen (HGÜ) lässt sich Strom mit Verlusten unter 3% pro 1.000 km übertragen. Die Übertragung von Strom aus den Wüsten kann so über mehrere tausend Kilometer wirtschaftlich sein. Mit einer Distanz von bis zu 3.000 km würden über 90% der Menschheit erreicht.

11 BulliHirscht2409final.indd 11

24.09.2009 22:39:16


Hierscht 2009 CSP und HGÜ – bereits heute machbar und zukunftsfähig Bei der Solarthermie wird Sonnenlicht zuerst konzentriert und in Wärme mit hoher Temperatur umgewandelt. Heißer Dampf treibt dann Turbinen zur Stromerzeugung in einem konventionellen Kraftwerk an. Da sich Wärme technisch einfach und wirtschaftlich speichern lässt, kann in solarthermischen Kraftwerken mit gespeicherter Sonnenenergie auch bei Bewölkung oder nachts Strom erzeugt werden. Bei Engpässen kann der heiße Dampf auch aus anderen Energieträgern wie z.B. Biomasse oder Gas erzeugt werden. Das bedeutet, dass Solarthermie Strom nach Bedarf liefern kann – im Gegensatz zu Photovoltaik oder Windkraft. Solche Regelkapazitäten sind unverzichtbar für die Stabilität des Stromnetzes. Daher ist beispielweise die Windkraft bisher auf Ergänzung durch konventionelle Kraftwerke (Kohle, Gas, Atom) angewiesen. Solarthermische Kraftwerke sind bereits seit langem kommerziell erprobt. Erste Anlagen gibt es seit 1985 in Kalifornien und Nevada, USA, sowie seit kurzem in Spanien. Eine Massenfertigung von Kollektoren könnte demnach zügig aufgenommen werden. Auch HGÜ-Leitungen sind seit Jahrzehnten im kommerziellen Einsatz und können im erforderlichen Umfang gebaut werden. Hierzu sei angemerkt, dass HGÜ-Leitungen im Gegensatz zu herkömmlichen Wechselstromleitungen fast keinen Elektrosmog erzeugen, wodurch die Akzeptanz in der Bevölkerung für einen Ausbau höher sein dürfte. Die unterirdische Verlegung der Leitungen wäre nach Herstellerangaben mit lediglich 10 bis 20% Mehrkosten gegenüber der oberirdischen verbunden. Die Kosten solarthermisch erzeugten Stroms inklusive seines Transports mit Hilfe von HGÜ-Leitungen liegen je nach Standort, Technologie und Betriebsform derzeit noch zwischen 10 und 20 Eurocent pro Kilowattstunde. Sobald eine serienreife Massenfertigung von Kraftwerkskomponenten etabliert ist, werden diese Kosten deutlich sinken. Ein Energiekonzept für die Eumena Region Eine Region, die in besonderem Ausmaß vom DESERTEC Konzept profitieren würde, ist die EUMENA-Region (Europe, the Middle East, North Africa). An guten Standorten könnten die südlichen und östlichen Anrainer des Mittelmeers einschließlich der arabischen Halbinsel mit Solarstrom aus den Wüsten, unterstützt von Windenergie und Wasserkraft, den Großteil ihres schnell wachsenden Strombedarfs decken. Zusätzlich können sie Strom für den Export und Energie für die Meerwasserentsalzung produzieren. Dies wird auch die wirtschaftliche Entwicklung in diesen Regionen vorantreiben und vor Ort Arbeitsplätze in der Kollektorproduktion schaffen können. Selbst Länder, die heute noch über Erdöl oder Erdgas verfügen und damit Wohlstand begründet haben, können ein krisensicheres zweites Standbein aufbauen. Solarstrom aus den Wüsten kann für den Export nach Europa wirtschaftlich sehr attraktiv werden, denn dieser wäre zu beiderseitigem Vorteil. Speziell solarthermische Kraftwerke können die fossilen Regelkapazitäten ablösen. Die europäischen Staaten erreichten damit ihre CO2-Einsparungsziele schneller und billiger. Gleichzeitig können die Exporteure von Solarstrom dauerhafte Einnahmen erzielen. Mehr Versorgungssicherheit durch Import von Solarstrom – Beispiel Europa Wichtige Fragen, die häufig aufgeworfen werden, drehen sich um die Versorgungssicherheit. „Machen wir uns in der Energieversorgung nicht zu abhängig von den Solarstromproduzenten?“ „Was ist, wenn das Leitungsnetz durch natürliche Einflüsse, Unfälle, Sabotage oder Boykott gestört wird?“ Der Aspekt der Energiesicherheit ist ernst zu nehmen. Deshalb müssen und können wir Vorkehrungen treffen, diese zu gewährleisten. Wichtig zu erwähnen ist, dass das DESERTEC Konzept nicht allein auf Solarstrom aus der Wüste setzt, sondern diesen als Teil eines Energiemixes aus allen regenerativen Energien sieht. Das DESERTEC Konzept würde den europäischen Staaten

12 BulliHirscht2409final.indd 12

24.09.2009 22:39:17

Invitatioun Soirée Ingeneiur

Desertec

bulli


Desertec

Invitatioun Soirée Ingeneiur

bulli

Hierscht 2009 durch den Import von Solarstrom eine zusätzliche Option gegenüber fossilen Energieträgern wie Erdgas und Kohle bieten und dadurch die Abhängigkeit von diesen verringern. Außerdem bietet das DESERTEC Konzept durch die zahlreichen potentiellen Standorte und den schon technisch bedingten Bau von dutzenden von Fernleitungen mittlerer Kapazität statt einer großen „MegaLeitung“ eine erheblich höhere Diversifikation der Bezugsquellen und Verbindungen, als dies bei den fossilen Energieträgern der Fall ist. Zum Auffangen technisch bedingter Leitungsausfälle hat das System genügend Redundanz. Eine organisierte Einstellung von Stromlieferungen würde zu Einnahmeausfällen in den Erzeugerländern führen – anders als bei fossilen Energien, die sich lagern und später vielleicht sogar zu einem höheren Preis verkaufen lassen. Die Erzeuger würden mit einem Boykott das Vertrauen der Kunden und der zukünftigen Investoren verletzen und sich damit selbst schädigen. Wer darüber hinaus an den fossilen Energieträgern mit dem Argument festhält, Arbeitsplätze sichern zu wollen, übersieht, dass mit weit geringeren Summen in den neu entstehenden Industrien für erneuerbare Energien zahlreiche Arbeitsplätze geschaffen werden können. Quelle: http://www.desertec.org/de

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.lu 13 BulliHirscht2409final.indd 13

24.09.2009 22:39:18


Visite Sebes

bulli

Hierscht 2009 Visite vun der SEBES zu Esch-Sauer de 5. September Samschdes, de 5. September 2009 um 11 Auer stoung di nächst Visite vun der Aneil um Programm. Dës Kéier gouf sech net iergendwou an der Géigend vun der Stad getraff, mee et goung dohinner, wat muncheree schon als den „héigen Norden“ empfënnt, nämlech op Esch-Sauer fir de Syndicat des Eaux du Barrage d´Esch-sur-Sûre, besser bekannt als SEBES, ze besichtegen. Op der SEBES goufe mir vum Här Pauly begréisst, dee sou fäin war eis Samschdes moies d´Anlage vun der SEBES ze weisen. Éier mir eis op de Wee gemeet hunn, fir eis dat ganz unzekucken, huet sou munchereen sech fir d’éischt nach e klenge Ravitaillement a Form vun enger Fläsch frëschem Drénkwaasser aus der SEBES mat op de Wee geholl. Dëst Waasser kennt aus engem Spender, dem TENQ, wou een och nach e bëssi Kuelenseier a säi Gedrénks dramaache kann. Dat ganzt gëtt et och nach fir Kanner, als TENQY, dee speziell an Schoulen agesat gi soll fir de Kanner d‘Drénkwaasser méi no ze bréngen, an zwar andeems iwwert dem Spender nach e Bildschierm ubruecht ass, deen dann an engems fir den Entertainmentfaktor suergt. Well sou eng Wasseropbereedungsanlag no Evenementer wéi dem 11.9.2001 natirlech och méi Wert op hier Sécherheet leet, hu mir eis fir d´alleréischt mol an engem Film d´Ofpompele vum Waasser aus dem Stau an déi 5 folgend Behandlungsschrëtter ugekuckt déi néideg sinn fir aus dem Flosswaasser proppert Drénkwaasser ze maachen. Fir d´Stauwaasser anstänneg opbereeden ze kennen, gëtt eng speziell Ariichtung gebraucht, een an der Héicht verstellbare Saugarm deen d´Waasser an enger Entfernung vun 140 Meter vun der Staumauer aus dem Stau pompelt. Dëse 16 m laange Saugarm ass an der Héicht regléierbar a kann 1 200 l an der Sekonn unsaugen. Dës Konstruktioun, déi vu Paul Wurth entworf gouf, ass 1991 wéi de Stau opgrond vun dringenden Reparaturaarbechten un der Staumauer komplett eidel gemeet gouf, um Buedem vum Stau verankert ginn an huet de grousse Virdeel dass den Alafsift iwwer 22 m an der Héicht verstallt ka ginn a soumat d´Héicht vun der Waasserentnahm variabel ass. Sou ass et méiglech d’Waasser ëmmer do ofzepompele wou am mannsten Alge wuessen; am Summer méi um Fong vum Stau an am Hierscht méi uewen, well d’Algen dann op de Fong vum Séi ofsenken. Dës Algeproblemer sinn dorop zréckzeféieren, dass de Stau e rouend Gewässer ass, an dat vill Nitrater a Phosphater fléissen. Dëst opgrond vun der Aleedung vun ongeklärtem Ofwaasser an zum Deel och wéinst dem Dünge vu landwirtschaftleche Flächen am Anzuchsgebiet. Alleng dës regléierbar Héicht geet allerdéngs net duer fir d’Qualitéit vum Réiwaasser ze iwwerpréifen, dofir gëtt et nach en extra Labosboot vun der SEBES dat stänneg d’Qualitéit vum Séiwaasser iwwerpréift, sou dat hei ongënschteg Temperaturännerungen an iwwerméissegen Algewuesstum nach virun der Entnahm vum Waasser erkannt kënne gin.

14 BulliHirscht2409final.indd 14

24.09.2009 22:39:21


Hierscht 2009 Nom Ofpompe kënnt d’Stauwaasser dann an de 5 000 m³ grousse Réiwaassertank. Dësen Tank leit um héchste Punkt vun der Opbereedungsanlag an dowéinst kann d‘Waasser déi reschtlech Statioune selbstänneg duerchfléissen. Och wann d’Stauwaasser vu sech aus schon eng zimlech gutt Qualitéit opweist a fräi vu Schwéiermetaller ass, sou ass et awer nach keen Drénkwaasser, well verschidde Stoffer wéi beispillsweis Eisen a Mangan an enger ze héiger Konzentratioun präsent sinn. Ausserdeem ass zevill Kueleseier an ze wéineg Kallék am Stauwaasser enthalen déi dozou féiere géingen, dass d´Stauwaasser mat engem pH vu circa 6.5 sämtlech Leitunge raschte loosse géing. Well d´Stauwaasser awer och nach Keimen enthale kann, muss et virun dem Gebrauch als Drénkwaasser och nach désinfizéiert ginn.

Visite Sebes

bulli

Fir all dës Problemer ze behiewen, duerchleeft dat aus dem Stau ofgepompelt Réiwaasser 5 Obereedungsschrëtter, déi all versichen, Prozesser aus der Natur mat modernste wëssenschaftlechen an technesche Mëttele méi schnell oflafen ze loossen. Als éischt Stuf vun der Opbereedungsanlag, kënnt d´Waasser an eng Viroxidatioun. Durch d´Zuféierung vun Ozon ginn hei déi organesch Substanzen aus dem Waasser, ënner anerem d‘Algen, oxidéiert an domatt onschiedlech gemeet. D‘Produiten aus dësem chemesche Prozess ginn un Aktivkuel adsorbéiert, di herno an der Flockulatioun oder am Sandfilter zeréckgehal gëtt. No dëser Ozonéierung kënnt d‘Waasser an ee vun deenen zwee Flockulatiouns-Basengen, déi jeeweils 2 300 Kubikmeter Waasser faasse kënnen. An dëse Basenge gi mat Hëllef vun Aluminiumverbindungen, déi als Flockungshëllefsmëttel déngen, déi fest, am Waasser schwiewend Partikelen, zu Flacken zesummen a setzen sech opgrond vum hirem am Vergläich zum Waasser méi héigem Gewiicht um Buedem vum Baseng of, sou dat d´Waasser kloer gëtt. Well dës Apparater awer net efficace genuch sinn, fir och de klengste schwiewende Partikel zréckzehalen, kennt d‘Waasser dono an ee vun de 7 Sandfilter, di eng total Filterfläch vu 700 m² opweisen. An dëse Quarzsandfilter ginn déi reng Partikelen zréckgehalen. No enger Betribszäit vun etwa 50 Stonnen (déi och di grouss Unzuel u Filteren erklärt), ginn dës Filtere mat Pressloft a Spullwaasser esou gespullt, dass just déi opgefaange Schlammpartikelen ausgeschwenkt ginn, d’Sandpartikelen awer am Filterkierper bleiwen. No de Sandfilter kënnt d’Waasser dann nach an de Kallékfilter. Heivun ginn et der och insgesamt 7 mat enger gesamter Filterfläch vu 420 m². An dëse Filtere kënnt Kallék an d‘Waasser eran, well d‘Stauwaasser vu sech aus net haart genuch ass, an een ze héige pH-Wert opweist. Dës Filtratioun erfollegt duerch Zougabe vu Kueleseier, no der sech de Kallék aus dem Filter erausléist. Och dës Filtere musse regelméisseg gespullt ginn. Als leschte Schrëtt vun der Opbereedung steet dann nach d’Desinfektioun um Programm. Hei gëtt dem Waasser Chlor zougesat, fir méiglech Bakterien a Keimen ofstierwen ze loossen. Natierlech gëtt hei och drop opgepasst datt d`Waasser herno net ze vill Chlor enthält. No dëse 5 Opbereedungsschrëtter ass aus dem Stauwaasser Drénkwaasser ginn. Dëst gëtt an engem 7 000 m³ groussen Drénkwaasserbehälter gelagert an duerch stole Réier erop an dee

15 BulliHirscht2409final.indd 15

24.09.2009 22:39:22


Visite Sebes

bulli

Hierscht 2009 35 000 m³ grousse Späicherbehälter zu Eschduerf gepompelt. De Schlamm dee bei de Flockungen an de Filtratiounsprozesser ugefall ass, gëtt och nach an 2 Ofsetzbecken an 2 Eindickern zu engem transportfähegen, méi kompakte Schlamm transforméiert, éier en dann entweder als Dünger oder an Zementwierker verwend ka ginn. Dat Waasser wat bei dëser Schlammbehandlung ufällt gëtt rëm an de Stau ageleet. Nodeems mir eis dës Schrëtter an engem Film ugekuckt hunn, hu mir eis nach verschidden Infomaterialer zum Stau, dem Bau vun der Staumauer an deenen duerch Stauwaasser versuergte Gebidder ugekuckt. D´Staumauer gouf tëscht 1955 a 1957 gebaut aus dem Besoin eraus, dass de Verbrauch un Drénkwaasser duerch d’Populatioun an d‘Industrie ëmmer méi grouss ginn ass. Well et ze geféierlech fir d’Ëmwelt gewiescht wier, dësen alleng mat Grondwaasser ze decken, a Lëtzebuerg och kee groussen, natierleche Séi huet, war d’Staumauer déi eenzeg Léisung fir dëse Problem. D’Anzugsgebitt vum Stau befënnt sech zu 2 Drëttel op belschem Terrain an zu engem Drëttel op lëtzebuerger Säit. Zwou Virstaumauere suergen dofir datt eng Partie vun de Partikele schon zeréckgehale ginn a net an den eigentleche Stauséi kommen. D’SEBES selwer gouf als kommunale Syndicat 1962 gegrënnt an huet d’Aufgab d`Waasser opzebereeden an ët an déi verschidde Verdeelungsréseaue vun de Gemengen ze bréngen. D´Drénkwaasser vun der SEBES liwwert etwa en Drëttel vun der néideger Waasserquantitéit fir d´lëtzebuerger Land, an d`Waasser wat an der Anlagen zu Esch-Sauer opbereed gëtt erreecht och zum Deel 80 Prozent vun der Populatioun vum Land. Sou kënnt d‘Waasser aus der SEBES beispillsweis och an der Stad an an de Gemenge vum Zentrum un, an d‘Firma „DuPont de Nemours“ zu Kontern huet souguer eng eegen Uschlossleitung un de Waasserrésau. Als Ausbléck fir d´Zukunft léisst sech soen, dass trotz der gudder Qualitéit vun dem geliwwerten Drénkwaasser Problemer wéi ze vill Nährstoffer am Gewässer (duerch Dünger, etc) an ze mann oder net efficace genuch Kläranlagen net dierfen ignoréiert ginn, well soss enges Daags, d`Waasseropbereedung onméisseg deier kéint ginn. Wat d`Technik vun der SEBES ugeet, sou gëtt och hei un d´Zukunft geduecht, well eng Erneierung vun der Anlag an nächster Zäit och virgesinn an néideg ass. Bei der neier Anlag wäerten da wuel och méi innovativ Technike wéi Membran etc. eng Roll spillen. Op alle Fall, ass momentan d`Waasserversuergung vum Lëtzebuerger Land zum gudden Deel duerch d`SEBES geséchert, woubäi hei nach gesot si muss, dat et am Fall vun engem Ausfall och nach Tiefbrunne ginn, déi am Noutfall da Grondwaasser liwwere géinge fir de Waasserbedarf ze decken. No dësen Informatiounen hu mir eis

16 BulliHirscht2409final.indd 16

24.09.2009 22:39:26


Hierscht 2009 dunn nach d’Sand an d‘Kallékfiltere vu méi no ugekuckt, an hunn eis och eng Kéier d’Leitungen ënnert deene ganze Basengen ugekuckt. Dono si mir nach an de Kontrollraum gaang, wou mir eis och dovu konnten iwwerzeegen, dat déi ganz Opbereedung vum Waasser, wéi och d’Verdeelung strengstens iwwerwaacht ginn.

Visite Sebes

bulli

No enger informatiounsräicher Visite a mat enger nach eng Kéier vollgetankter TENQFläsch hu mir eis dunn op de Wee an e Restaurant gemeet, a bei engem gudden Iessen eis Visite ausklénge gelooss. Michel Hansen, Danièle Mousel

17 BulliHirscht2409final.indd 17

24.09.2009 22:39:36


Rätsel

bulli

Hierscht 2009 Rätsel Och an dësem Bulli fannt dir als Ofwiesselung zum groen Ingenieursstudentenalldaag mol rëm e Rätsel. Also huelt iech e Bic, an fëllt d Rätsel hei op der anerer Säit aus. Ënnert all de Memberen, déi dat richteg Léisungswuert bis den 31. Oktober op daniele_mousel@hotmail.com eraschécken, gett e schicken USBStick vun der ANEIL verloust! 1. Wou steet d’Gebai wat hei op der Foto ze gesinn ass? 2.

Hei steet dat neit Gebai vun der Firma Kieffer.

3. Dëst gëtt ënner anerem am Stroossenbau als Bindemittel agesat. 4. Weieng Rubrik as nei an dësem Bulli? 5. D’Ofkierzung HDMI steet fir High Definition Multimedia I…….. 6. Dës Firma ass sech d’ANEIL am Juni ukucke gaang. 7. No weiengem bekannte Maschinnebauprof ass e buch benannt wat als dat typescht Maschibuch gëlt? 8. De Nonumm vum Här, deen dofir verantwortlech ass dat een haut Luxussportween, déi säi Numm droen, kaafe kann. 9. Wat as di 3. vun deene 5 Opbereedungsstufe bei der SEBES? 10. Dës Programméiersprooch gouf 1972 vum Niklaus Wirth als Léiersproch ageféiert an ass no engem bekannte Wëssenschaftler a Philosoph benannt. 11. 4,1868 Joule entspriechen enger . . . . . . . 12. De Wäert vun 5,67*10−8W/m2K4gëtt als Stefan-. . . . . . . . .-Konstant bezechnet. 13. De Nonumm vun engem Lëtzebuerger Stolindustriellen. 14. Wéi heescht den Architekt vun der neier Lécker Gar? 15. Dat 63. Element aus dem Periodesystem vun den Elementer. 16. Ween huet de Waasserstoff entdeckt? 17. A wéienger Eenheet gëtt d’Aktivitéit vum engem radioaktive Stoff gemoss? 18. Aciéries . . . . . . . de Burbach-Eich-Dudelange 19. An dëser Eenheet gëtt d’Liichtstärkt uginn, mat där eng Liichtquell an eng bestëmmte Richtung strahlt. 20. Op wéienger Foire kanns du dech am Dezember zu Oochen iwwert deng Karriereméiglechekéiten informéiere goen?

D’ Léisungswuert aus dem läschte Bulli war iwregens Thomas Alva Edison.

18 BulliHirscht2409final.indd 18

24.09.2009 22:39:37


Rätsel

bulli

Hierscht 2009

                   

19 BulliHirscht2409final.indd 19

24.09.2009 22:39:37


Déi méi leschteg Säiten BulliHirscht2409final.indd 20

24.09.2009 22:39:38


Foiren

bulli

Hierscht 2009 Foiren fir intresseiert Ingenieuren Mir wollten mol eng nei Rubrik anfeieren an hun ons geduecht dass et amfong ganz intressant kinnt sinn wann een den Ingenieursstudenten bescheed seet weini dei eng oder aner Foire an der geigend ass dei fir Ingenieuren intressant kinnt sinn. Et ginn amfong 2 verschieden Sorten vun Foireen: Dei dei fir den allgemengen Public sinn, an Fachmessen dei am fong nemmen vun Professionelen besicht ginn. Bei munchen Fachmessen kennen awer och Studenten rankommen an dann och nach fir mei een genstegen Tarif. Bei der Auswahl dei mer ierch hei presenteieren hun mer emmer opgepasst dass Studenten och zougeloss sinn. Dei Foiren hun meeschtens och een guden Internetsite deen mer mat unginn an wou der ierch een Bild kent maachen waat aerch do erwarden waert. Natierlech ass daat och eng gud Occasioun fir sich net emmen iwert Technologie ze informeieren mee och vleicht an Kontakt mat engem Betrieb zekommen. Ech hoffen dei eng oder dei aner Foire kinnt vleicht vun Intresse fir aerch sinn. 13. - 15. Oktober München 1. Internationale Messe für Elektromobilität http://www.ecartec.de 13. - 15. Oktober München 12. Internationale Fachmesse für Werkstoffanwendungen, Oberflächen und Product Engineering http://www.materialica.de 15 Oktober München Internationale Fachmesse für industrielle Instandhaltung http://www.maintain-europe.com 20. - 23. Oktober München 11. Internationale Fachmesse für Maschinen, Geräte, Anlagen, Verfahren und Rohstoffe für KERAMIK und PULVERMETALLURGIE http://www.ceramitec.de 27. - 30. Oktober Köln Internationale Fachmesse für Abfallwirtschaft und Umwelttechnik http://www.entsorga-enteco.de 27. - 29. Oktober Stuttgart Europäische Fachmesse & Forum für Verbundwerkstoffe, Technologie und Anwendungen http://www.composites-europe.com 5. - 8. November Zürich Auto Zürich http://www.auto-zuerich.ch 7. - 8. November Internationale Fachmesse „Ideen-Erfindungen-Neuheiten http://www.iena.de

21 BulliHirscht2409final.indd 21

24.09.2009 22:39:39


Hierscht 2009 10. -13. November München 18th international trade fair for innovative electronics production www.prouctronica.com 12. - 15. November Stuttgart Hobby & Elektronik http://cms.messe-stuttgart.de/cms/hobby09_infos_aussteller.0.html

Déi méi leschteg Säiten

Foiren

bulli

25. - 26. November Köln Absolventenkongress http://www.hobsons.de/de/recruiting-events/absolventenkongress/ 25. - 26. November Berlin Deutschlands große Bootsmesse http://www.bootundfun.de 28. Nov. - 6. Dez. Essen Essen Motor Show http://www.essen-motorshow.de 1. - 4. Dezember Stuttgart Die internationale Fachmesse für Fügetechnologie http://www.schweisstec-messe.de 1. - 4. Dezember Stuttgart Die internationale Fachmesse für Blechbearbeitung http://www.blechexpo-messe.de 2. - 5. Dezember Frankfurt Internationale Fachmesse für Drehteile, Dreh- und Frästechnik http://www.turnmilltec.com 2. - 5. Dezember Frankfurt Weltmesse für Werkzeug- und Formenbau, Design und Produktentwicklung http://www.euromold.com 10. Dezember Zürich Absolventenkongress http://www.absolventenkongress.ch

bonding

7. - 12. Dezember Aaachen Firmenkontaktmesse http://bonding.de

22 BulliHirscht2409final.indd 22

24.09.2009 22:39:40


Déi méi leschteg Säiten

irmenkonta

BulliHirscht2409final.indd 23

24.09.2009 22:39:40


BulliHirscht2409final.indd 24

24.09.2009 22:39:41

Bulli 2009_3  
Bulli 2009_3  

Aneil Bulli 2009_3

Advertisement