Page 1

2 0 0 9

Wa n t e r

bulli

bulli bulli

EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG

PORT PAYÉ P/S. 083


IWWERSIICHT 4 / 2009

3 4 6 8 13 15 18 20 22

Virwuert Den ANEIL-Komitee 2009 Visite Fanuc Robotics Steckbreifer Komitee 2009 Publi-Reportage P&T Invitatioun Solarwood Technologies S.A. Virstellung Iwerliewen vun bedreete Volleker asbl AG 2008 Déi méi lëschteg Säiten

IMPRESSUM

Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: komitee@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren: Max Friob, Jean Heinen an Pierre Lutgen, Micky Dauphin, Michel Hansen an Jean Mahowald

Chefredakter: Max Friob an Jean Mahowald

Layout: Jean Mahowald

Drock: Imprimerie Rapidpress D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.


VIRWUERT

t r e u Virw Dir fläisseg Studenten,

Sou lues fänken d’Deeg erëm un méi laang ze ginn, an sou ass et dann och rëm un der Zäit den Wanterbulli am Ländchen ze verschécken. Bon wann dir lo fannt dass déi Saach mat deene laangen Deeg a Wanterbulli net ganz logesch erschéngt, da muss ech iech ob deem Punkt Rescht ginn. Dofir hu mir (den nei „gewielten“ a motivéierten Komitee, deen der och nach ob deene nächsten Säiten méi genau virgestallt kritt) mol kuerzer Hand décidéiert, den Bulli rëm den Joreszäiten unzepassen, an den Wanterbulli wa méiglech och rëm am Wanter eraus ze ginn. Kléngt net ganz schwéier, ass et awer! De Problem stellt sech dobäi folgender Moossen: Wann mer einfach dohinner ginn, an mer deefen den Wanterbulli 2008 (deen der grad am Grapp haalt) an Fréijorsbulli 2009 ëm, hu mer sou fir d’Joer 2008 nëmmen dräi Bullien amplaz vu véier Bullien erausbruecht. A well et fir mech méi agreabel ass de Memberen ze erklären firwat mer lo bis den Abrëll zwee Bullien wäertenerausbréngen, wéi eisen léiwen Sponsoren firwat mer een Bulli ze wéineg erausbruecht hunn, scheien mer dofir kéng Méi fir als neien Komitee nach een Bulli vum „aalen“ Komitee erauszeginn, éier mer dann ufänken di nei Bullien souguer vläit mat engem neiem Design (ech mengen why not? Mais bon, dat gesitt der wann et sou wäit ass) eraus ze bréngen. Sou dat wor een schéinen laangen Satz… Wéi et dann lo weider geet, an ob mer et dëst Joer dann och mol rëm fäerdeg bréngen, nierwt der Table Ronde an eisen etlechen Visiten mol rem eng International Rees ze organiséieren, kennt der wuel an deene nächsten Editiounen vum Bulli fannen.Bis dohinner musst der iech nach mat der Lektür vun dësem, hoffentlech gelongenem (de Jean an ech hunn en nämlech selwer gemaach, mais wann ech dat och lo nach ufänken ze erklären kenne mer direkt een 6. Bulli fir dest Joer drécken) Exemplaire zefridden ginn. Äddi a Merci, ären Presi.


bulli

Wanter 2009

DEN ANEIL-COMITE 2009 Max Friob Président Oochen - Maschinenbau

Micky Dauphin Vice-Présidente Karlsruhe- Architektur

54, rue de Dahlem L-4997 Schouweiler Tel: 37 20 28 GSM: +352 661 24 12 83

3, Belle-Vue L-7309 Steinsel Tel: +352 33 98 73 GSM: +352 661 171 083

E-Mail: friob@gmx.net

Wererstrasse 89, App. 41 D-76137 Karlsruhe Tel: +49 176 22 31 38 65 E-Mail: mickydauphin@gmail.com

Cloos Marc Secrétaire Aachen - Maschinenbau

Jean Mahowald Trésorier München - Physik

13, rue des Alliés L-4712 Petange GSM: 661 77 31 54

30, rue des Prés L-4941 Bascharage Tel: +352 50 25 21 GSM: +352 661 613 614

Rolandstr. 7 D-52070 Aachen Tel: +49 241 47 598 553

Emmanuelstr. 11 D-80796 München Tel: +49 176 24 04 17 58

E-Mail: marc.cloos@web.de

E-Mail: mahowaldj@gmx.de

Lis Cloos Déléguée aux programmes d’échanges Zürich - UmweltNW

Michel Hansen Délégué aux relations publiques Oochen - Maschinenbau

13, rue des Alliés L-4712 Pétange GSM: +352 621 16 17 85

3, rue des Prés L-3336 Hellange Tel: +352 51 10 77 GSM: +352 691 56 22 71

Götzstrasse 5 CH-8006 Zürich Tel: +41 76 402 19 85

78 a Augustastrasse D-52070 Aachen Tel: +49 241 116 034 80

E-Mail: cloosl@student.ethz.ch

E-Mail: mihansen83@yahoo.de

Joël Schintgen Gestionnaire des fichiers Lausanne - Informatik

Danièle Mousel Déléguée aux publications Oochen - Entsorgungsing.

2, op der Schanz L-6225 Altrier Tel: 661 64 91 64

7, rue des Vergers L-7338 Heisdorf Tel: + 352 33 79 28 GSM: +352 661 91 42 13

ch. des Alouettes 4 CH-1024 Ecublens Tel: +41 79 362 86 16

Karlsgraben 27 D-52064 Aachen Tel: +49 176 20 33 69 65

E-Mail: schintgenj@gmail.com

E-Mail: daniele_mousel@hotmail.com

Marc Becker Délégué aux publications Oochen - Bauingenieur 1, rue de la rivière L-3276 Bettembourg Tel: + 352 51 09 91

Bismarckstr. 181 D-52066 Aachen Tel: +49 176 23 90 05 73 E-Mail: marc_becker6@hotmail.com

4


bulli

Wanter 2009

Visite Fanuc Robotics

Visite bei Fanuc Robotics 22.Dezember 2008

Méindes den 22. Dezember hu mer eis (déi di dobäi woren wëssen bescheed) zu enger Ronn 15 Memberen bei der Fanuc Robitcs S.A. zu Echternach getraff fir eng Visite ze entaméieren, déi et bei der Aneil bis dohin nach net gouf. Nodeems mer duerch een fläissegen Komiteesmember ob der Foire de l’étudiant (dier erënnert iech bestëmmt all un déi kléng giel Spillsaach ob eisem Ingénieursstand) drop opmierksam gemaach goufen dass mer tatsächlech och een Hiersteller vun Roboteren am Land hätten, wor dat dunn Grond genuch vir eis di Saach mol mi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Nu gutt, mais lo mol eent nom aneren. Wou um 10 Auer Mueres och deen leschten Member de Wee ob de Parking fonnt hat, goufen mer dunn häerzlechst vum Här Ramsden (ob englesch, dat wor och mol eppes Neies mais mir hunn jo glécklecherweis eis Friemsproochen während eisem Studium net verléiert…hmhmm) empfaangen.

Well then, zum Virtrag deen mer duerno gehalen kruten gëtt et vläit folgendes ze verhalen. Fanuc ass ursprénglech eng Japanesch Firma, déi 1956 gegrënnt gouf. Spezialiséiert hu si sech zënter hir ob Roboteren, CNC- Technologie an Automatiséirung vu Fabriken. An als global player, mat engem Maartundeell vun 29% an hirem Domaine, sinn se selbstverständlech weltwäit vertrueden. Hieren Site zu Lëtzebuerg ass dobäi haaptsächlech fir den Vertrieb vun Roboteren, Ersatzdeeler an Forschung zoustänneg.

6


bulli

Wanter 2009

Visite Fanuc Robotics

Impressionant ass dobäi, dass Fanuc hieren weltwäiten Clienten well eng Liwwergarantie vun Ersatzdeeler bannen 24 Stonnen garantéieren. Dat erklärt och, firwat si zu Echternach een zimlech obwännegen (mais dofir voll automateschen) Logistik System bedreiwen. Nodeems mer deen dun zimlech am Detail gewissen kruten, haten mer dunn eng kléng Äuszäit an hierer Kantin an och emol Zäit mat de Guiden e bëssen ze schwätzen.

Sou normalerweis wier elo eng Aneil’s Visite eriwwer. Well Fanuc awer eng grouss Firma ass, a mir nach laang net alles gesinn haten, ass et du weider gaang mat énger Féierung duerch hir Roboterhaal, wou mer konnten hir ganz Gamm un Industrieroboteren bewonneren. A well een als Ingénieur (oder wann een et gi well wärt daat nach geschéien) irgendwann den Zäitpunkt a sengem Liewen verpasst huet fir awuessen ze ginn, ass een geleegentlech nach eng grëtz mei verspillt. Dat ass awer éischter eppes Positives wéi der lo gesinn wäert. Nämlech hat Fanuc niewent hieren Roboteren, di fir méi seriéis Applicatiounen geduecht woren och nach eng ganz Rei vu Spillsaachen ze presentéieren. Zum Beispill krute mer vun hinnen ganz stolz een Golf-Roboter presentéiert deen sou präzis gespillt huet, dass wuel deen een oder aneren Golfspiller ënnert eis Tréinen an d’Aen krut. Niewent dësem haten si och nach ee Roboter (deen ongënschteger Weis net gaangen ass) dobannen deen Kicker spillen konnt, souwéi och eng kléng Produktiounsstrooss, wou een aneren Model verschidden Objeten am Sekonnen-Takt gesennert a rangéiert huet. Sou a fir d’Gecken ennert iech (di dësen Artikel och zu Enn gelies hunn) hunn ech dann nach ganz zum Schluss e Gaumenschmaus parat. Nämlech sinn d’Jongen vu Fanuc och alt mol ob der Sich no Studenten, déi während engem Praktikum bei hinnen kennen selwer sou eng Spill-Applikatioun programméieren, déi wann se fäerdeg ass dann vun Fanuc ob Foiren äusgestallt gëtt. Also avis aux amateurs, et ass sécher net di schlechsten Studentenaarbecht, déi een fënnt. Vum Max Friob.

7


bulli

Wanter 2009

Steckbreifer Komitee

Steckbreifer vum Komitee 2009 Fir dass dir den Komitee vun desem Joer kennt besser kennenleieren, sin op den nächsten Säiten puer Steckbreifer résuméiert, sou dass der Iech alt een klengt Bild vun den Persounen dei am Moment d’ANEIL féieren kennt maan: Numm: Virnumm: Alter: Studium: Spezialisatioun: Uni(stadt): Tel: E-Mail: Funktioun an an der ANEIL: Verainer: Hobbyen: Lieblingsfilm:

Becker Marc 24 Bauingénieur Konstruktiv RWTH Oochen +352691626891 marc_becker6@hotmail.com

Numm: Virnumm: Alter: Studium: Spezialisatioun: Uni(stadt): E-Mail: Funktioun an der ANEIL: Verainer: Hobbyen:

Mousel Danièle 22 Entsorgungsingenieurwesen / RWTH Oochen daniele_mousel@hotmail.com

délégué aux publications ANEIL, AVL Basket, Sport allgemeng, Darts, Training Day, the illusionist, le dîner de cons, usual suspects Musek: haaptsaechlech Metal an Rock, awer neicht ausgeschloss Wéi gesin ech sech am Berufsliewen mech an 10 Joer: ageliewt ze hun an schon vill Erfahrung gesammelt Motto: Life is what you make it

délégué aux publications ANEIL, AVL Sport, liesen, Filmer, Musék, mat Kollegen op den Tour goen Lieblingsfilm: Little Miss Sunshine, Forrest Gump, Garden State,... Musek: vun allem e bessen Wéi gesin ech gudd Fro, hoffentlech mech an 10 Joer: glécklech an zefridden Motto: do misst ech mar nach eppes Schlaues afaalen lossen...

8


bulli

Wanter 2009

steckbreifer Komitee Numm: Virnumm: Alter: Studium: Spezialisatioun:

Uni(stadt): Funktioun an der ANEIL: Hobbyen:

Cloos Marc 25 Maschinenbau Kraftfahrwesen (Automotive Engineering) Am Moment an der Diplomarbescht also geschwenn faerdech mam Studium RWTH Aachen

Sekretär Velo fueren (wann ech dann derzou kommen), deen een oder anneren Fussballmatch kucken goen, Alemannia Aachen, CS Pétange, Breiwer fier d’ANEIL schreiwen Lieblingsbicher: Fever Pitch, Kraftfahrtechnisches Taschenbuch Musek: Metallica (et get naischt Besseres) Motto: Yes we can ! Numm: Virnumm: Alter: Studium: Spezialisatioun: Uni(stadt): Funktioun an der ANEIL: Hobbyen:

Cloos Lis 23 Emweltnaturwessenschaften Human – Environment Systems ETH Zürich Programme d’échanges (Lycéesschüler informéieren) Vakanzecolonien bei der Croix-Rouge de la jeunesse, e besse Sport, aner Saachen ennerhuelen, Reesen Lieblingsbicher do gin et der zevill fir se all a – filmer: opzezielen... Musek: vun allem e bessen Numm: Virnumm: Alter: Studium: Uni(stadt): E-Mail: Funktioun an der ANEIL:

Dauphin Micky 25 Architektur, 9. Semester Uni Karlsruhe mickydauphin@gmail.com vice presidente (Organisatioun fun der Table Ronde an Ennerstëtzung fum President) Verainer: ANEIL, AELK Hobbyen: Sport allgemeng, Reesen, Kino, Adventure, mat Kollegen eppes ennerhuelen Musek: fun allem Wéi gesin ech hoffen eweineg rondrem komm ze sinn mech an 10 Joer: an puer interessant Gebeier realiseirt ze hun

9


bulli

Wanter 2009

Steckbreifer Komitee

Numm: Virnumm: Alter: Studium:

Hansen Michel 25 Maschinenbau & Wirtschaftsingenieur Spezialisatioun: Produktiounstechnik, sin mat der Diplomarbecht am gang, also geschwenn fänkt den Eescht vum Liewen un Uni(stadt): RWTH Oochen E-Mail: mihansen83@yahoo.de Funktioun an délégué aux relations publiques der ANEIL: (also deen, deen enner anerem d’Visiten soll organiséieren) Verainer: ANEIL, AVL, FC Red Boys Aspelt, La Lyre Helleng Hobbyen: Sport allgemeng, Trompette, doheem eppes schaffen, mat Kolleegen feieren… Lieblingsfilm: Forrest Gump, Enemy at the Gates Musek: Queesch duerch de Gaard Wéi gesin ech hoffen bis dohin e Stéck vun der mech an 10 Joer: Welt gesin ze hun Motto: carpe diem

Numm: Virnumm: Alter: Studium: Spezialisatioun: Uni(stadt): E-Mail: Funktioun an der ANEIL: Veräiner: Hobbyen: Musek:

10

Schintgen Joël 26 Joer Informatik Internet Computing, fänken elo meng Masteraarbecht un EPFL Lausanne joel@schintgen.net Webmaster ANEIL, AELL, Schanzer Cabarotiker Vëlo fueren, Lafen, Schi fueren, Programmatioun Vun Allem e wéineg


bulli

Wanter 2009

Steckbreifer Komitee Numm: Virnumm: Alter: E-Mail: Studium: Uni(stadt): Spezialisatioun:

Friob Max 25 friob@gmx.net Maschinenbau RWTH Oochen Produktiounstechnik, sin am Moment mat der Diplomarbecht beschäftegt, also wien next Joer wellt President vun der Aneil gin, ech stellen mech wuel käum nach an de Wee. Funktioun an President, ech sin anscheinend laang der ANEIL: genuch dobäi, sou dass den Räscht vum Komitee mer déi tâche wuel zougetraut huet. Verainer: ANEIL, AVL, LSM (jo do kukkt der, ech sin einfach an zwee Studentencerclen Member) Hobbyen: Laafen goen, geleegentlëch Golf spillen an seegelen wann ech net graad Golf spillen oder emgedréint, jeje… Ahjo an natirlech sinn ech och nawell gären um Tuer. Lieblingsfilm: Deen ännert bei mir andauernd. Musek: No Loscht a Laun Wéi gesin ech Physech mol mat manner Hoer um Kapp, den Räscht zielen ech iech mech an 10 Joer: dan an 10 Joer (awer just wann sech d’Resultat weisen léisst) Motto: mäin Liewensmotto as wéi mäin Lieblingsfilm

Numm: Virnumm: Alter: Studium: Spezialisatioun:

Uni(stadt): E-Mail: Funktioun an der ANEIL:

Mahowald Jean 24 Physik Physique des systèmes énergétiques an elo Diplomarbecht an der Biophsyik LMU München mahowaldj@gmx.de Sinn fir d’Souen zoustänneg an muss den Max och heiansdo bremsen wann deen erem op dei onméiglechst Ideen kennt. ANEIL, LSM, Harmonie Municipale Bascharage an DT Bascharage Sport allgemeng, Trompette, Trombone, op den Tour goen, etc vun allem eppes

Verainer: Hobbyen: Musek: Wéi gesin ech mech an 10 Joer: Hoffen nach emmer eppes mat Souen ze dinn ze hunn.

11


bulli

Wanter 2009

Publi-Reportage P&T

La TV numérique est en plein boom.

Lancée au mois de mars de cette année, la « Télé des P&T » ou TV numérique distribuée par la ligne téléphonique est désormais accessible dans la majorité du Grand-Duché. Du Grand-Duché aux 4 coins du monde, la TV numérique séduit chaque jour des millions de téléspectateurs.

L’IPTV, cette nouvelle technologie qui permet la diffusion des chaînes numériques notamment par le réseau téléphonique est en train de bouleverser l’industrie audiovisuelle. En offrant, entre autres, trois nouvelles caractéristiques au téléspectateur: une qualité d’image et de son exceptionnelle, la personnalisation des contenus et l’interactivité. S’il n’est pas certain que cette nouvelle approche de la télévision profite aux éditeurs de programmes, elle enrichit à coup sûr l’expérience utilisateur ! En effet, des milliers de chaînes se créent partout dans le monde, ce qui n’arrange pas forcément les producteurs car la concurrence est de plus en plus féroce, mais profite aux téléspectateurs qui ont un choix de programmes illimité.

Une haute qualité pour des utilisateurs de plus en plus exigeants. Toujours plus de pixels sur les appareils photo numériques, des écrans d’ordinateurs et de consoles de jeux de plus en plus précis,le regard des consommateurs d’images est chaque jour de plus en plus aiguisé et exigeant. Plus de luminosité, plus de « piqué », plus de couleur : la télé numérique apporte une véritable révolution qualitative par rapport à la télédistribution classique. Quant au son, idem : stéréo et Dolby Surround pour certaines chaînes ! Résultat : la qualité TV est désormais comparable à celle d’un DVD.

13


bulli

Wanter 2009

Publi-Reportage P&T

Le Directeur des programmes, c’est vous! La TV numérique permet l’accès à de nombreux programmes et bouquets thématiques... Plus de 80 chaînes TV et 40 stations radio sont à la portée de votre télécommande dans l’offre de base Télé des P&T,et auxquelles s’ajoutent 100 chaînes dans les bouquets thématiques. À vous de choisir et de composer votre propre programme selon vos envies : divertissement, info, sport, culture, découverte, etc. Il y en a pour toute la famille, dans toutes les langues d’ici ou d’ailleurs : allemand, français, portugais, espagnol, anglais, néerlandais, ... En plus pour vous aider à profiter un maximum de cette diversité, la « Télé des P&T » vous donne accès à un guide électronique actualisé en permanence. Vous sélectionnez votre film ou émission et une alerte vous prévient quand ça commence ! Et vous gérez votre vision en direct comme vous l’entendez : votre télécommande met votre programme sur pause et le redémarre à votre guise.

Et si parmi toutes ces chaînes, vous ne trouvez pas votre bonheur, commandez prochainement votre vidéo sans bouger de votre fauteuil ! C’est ce qu’on appelle la VOD (video on demand). Vous choisissez le titre qui vous plaît dans un catalogue, vous le commandez et vous décidez quand débute votre séance cinéma personnelle, 24h/24, 7j/7.

Une technologie offrant de multiples services interactifs. Gestion du direct, enregistrement des émissions et des films, contrôle parental, mosaïque des programmes interactive,… vous disposez de nombreux services ultra-pratiques au bout des doigts.Et pour le futur, vous pouvez tout imaginer et rêver de science-fiction : grâce à votre télécommande, vous pourrez sans doute aussi échanger des e-mails et accéder à des sites web via votre téléviseur,voire même évoluer dans un magasin virtuel et télécommander. Mais si vous voulez rêver au présent, rendez-vous maintenant sur www.pt.lu rubrique Télécom Enthousiasme garanti!

14


bulli

Wanter 2009

Invitatioun Visite bei SolarWood Technologies S.A.

Invitatioun Visite bei SolarWood Technologies S.A.

Léiw Memberen,

Déi éischt Visite vun desem Joer steet Samschdes den 28. Februar um Programm. Mir gin d’Firma SolarWood Technologies S.A. op Foetz kucken. Hei gin sait November 2007 enner anerem Moduler fir Photovoltaik-Anlagen an DC-AC-Wandler hiergestallt. Solartechnologie ass jo am Moment een vun deenen eenzegen Sekteuren deen boomt, dofir wär d’ANEIL frou wann sech vill Leit fir des visite géifen zesummenfannen. Umellen kennt dir iech bei mir (michel.hansen@aneil.lu oder mihansen83@yahoo.de) Oflaf vun der Visite: rdv: Address:

Dauer: Umellen:

9:45 um Parking virun der Diir (plan d’accès hei hannendrun) Rue du Commerce Z.I. Foetz L-3895 Foetz eng déck Stonn bei mir (mihansen83@yahoo.de)

vum Michel Hansen

.

15


bulli

Wanter 2009

Invitatioun Visite bei SolarWood Technologies S.A.

Weebeschreiwung fir bei SolarWood Technologies S.A.

16


bulli

Wanter 2009

D’ANEIL am Internet

17


bulli

Wanter 2009

Artikel iwwert ONG: Iwerliewen fir bedreete Volleker asbl

Reportage Iwerliewen fir bedreete Volleker asbl

Lescht Joer huet d’ANEIL hieren schon bal traditionellen Don un d’ONG Iwerliewen fir bedreete Volleker asbl gemeet. Mir sinn 2006 op der Foire de l’étudiant op se opmierksam ginn. Mir woren impressionéiert wei dei fréier Ingénieuren mat innovativen an simplen Mettelen Léit hellefen deenen et net esou gudd geet. Den Här Präsident vun deser Organisatioun den Dr. Pierrre Lutgen huet sech direkt bereed erklärt fir een klengen Artikel iwwert des Asbl ze schreiwen, deen der hei ennendrenner liesen kennt. Weider Informatiounen fannt der och enner www.iwwerliewen.org

L'ONG "Iwerliewen fir bedreete Volleker" est reconnaissante à l'ANEIL pour le don de 500 euro reçu à Noël. Elle l'est d'autant plus que les raisons qui motivent l'ANEIL correspondent exactement à nos propres motivations. Notre ONG qui existe depuis une trentaine d'années s'est à ses débuts consacrée à apporter une aide à des peuples ou populations défavorisées, mais surtout à des minorités ethniques. A côté de la lutte contre la pauvreté, le gros des activités avait comme but de permettre à ces minorités ethniques de maintenir leur culture. Mais lentement un changement de paradigme s'est mis en place. Nous nous rendions compte que tout cela était beau et charitable, mais ne servait pas à grand chose. L'espérance de vie de ces populations était et restait scandaleusement basse et de n'encourager que leurs cultures ancestrales était leur fermer la porte au progrès économique et social en les réduisant à des îlots folkloriques condamnés à disparaître. Comme au cours des années le gros des membres de notre comité s'est progressivement constitué en une équipe d'ingénieurs et de scientifiques à la retraite, nous avons revu notre philosophie et notre stratégie. Nous sommes convaincus aujourd'hui que nous ne pouvons aider les gens du Sud qu'en leur apportant des "Techniques économiques et écologiques pour sauver des vies".

18


bulli

Wanter 2009

Artikel iwwert ONG: Iwerliewen fir bedreete Volleker asbl

Tout l'argent que notre Coopération à déversé sur de grosses institutions internationales et tous les programmes financiers de le CE ou de Banque Mondiale ne servent strictement à rien et ne font qu'aggraver le problème. Investir dans le béton a dit quelqu'un, c'est faire le travail que les autorités locales peuvent et doivent faire elles-mêmes. Notre ONG peut et veut apporter à de petites communautés du Sud des idées, des techniques, les aider par un projet pilote. Et puis disparaître. Si l'idée était bonne elle va se répandre comme un feu de brousse. Quelques exemples : les fours solaires (paraboles ou caisses noires) qui permettent d'économir du bois, la méthode SODIS de stérilisation de l'eau dans des bouteilles mises au soleil, la fantastique tisane d'artemisia annua qui guérit de la malaria, le ramassage des déchets pour fours à briques (voir plus sur les sites www.iwerliewen.org et www.maladiestropicales.org). Nous avons besoin de jeunes ingénieurs, même étudiants, qui sont prêts à se charger d'un projet pilote de ce genre et d'aller le suivre pendant quelques jours sur le terrain. vum Jean Heinen an Pierre Lutgen

19


bulli

Wanter 2009

Artikel AG 2008

ASSEMBLÉE GÉNÉRALE ANEIL 2008 Den 28. Dezember 2008 huet d’ANEIL hir jäerlech Assemblée Générale um eichte Stack vum Scott’s Pub am Gronn ofgehalen. Nodeems Invitatioune fir d’AG am Bulli stoungen, a per Email verschéckt gi sinn, hunn sech dann och eng Rei Membere gemellt fir sech fir den neie Comité fir 2009 opzestellen. Heiriwer si mir ganz besonnesch frou dass ëmmer nei Leit Interessie weisen, fir bei der Organisatioun vum Club eng Hand mat unzepaken. Also e wichtegt Evenement vun der ANEIL, wou e Réckbléck iwwert dat Vergaangent an Ideeë fir dat kommend Joer virgestallt ginn. Um 19:00 war et dann sou weit an zuelreich Memberen a Frënn vun der ANEIL hunn sech um eichte Stack vum Scott’s, de fir ons reservéiert war, anfonnt. Wei jiddereen eng Platz fonnt hat konnt de Philippe pénktlech mam Mot de bienvenue du Président starten. Wei schonns um Programm ugekënnegt ass et mat engem Rapport iwwert d’Aktivitéiten déi am Laf vum Joer 2008 stattfonnt hunn fierugang. Den 21.Mäerz war déi eicht Visite fir 2008, bei Dupont de Nemours zu Conter a Mëttes ass et och gläich wei all Joer mat der Table ronde virugaang, déi dëst Joer een riese Succès war. Net mol en Mount méi spéit stoung d’Visite vum Chantier vun de Rives de Clausen um Programm. Do hat een d’Geleeënheet sech de Site schon eng Kéier unzekucken ieren déi ganz Commercen hir Dieren offiziell opgemaach hunn. De Weekend vun National Feierdag konnte mir ons de Betrib vun Husky zu Diddeleng ukucke goen. Enn August ware mir da mol rëm op Besuch bei der ArcelorMittal zu Esch-Belval an hunn ons den Elektrouewen erkläre gelooss. Mëtt November stoung dunn rëm en gutt gefëllte Weekend um Programm. Donneschdeg a Freides war onse Club mat engem geniale Stand op der Foire de l’Etudiant vertrueden, Samschdeg Moies frei si mer de Centre de Tri vun der Post zu Beetebuerg kucke gaang, an ofgeschloss ass de Weekend mat der 50 Joer Feier. Als zweetleschten Aktivitéit fir 2008 gouf et nach eng Visite bei Fanuc Robotics zu Iechternach. An ofgeschloss goufen d’Aktivitéiten da mat der Assemblée générale. Dono war et um Jean, fir de finanzielle Rapport ze maachen. Opgezielt sinn déi wichteg Annahmen an Ausgaben, firwat se gebraucht gi sinn, a wéivill elo nach op den Konten iwwreg ass. Fir déi déi nach mei en detailléierten Iwwerbléck wollten hunn, ass den Dossier mat de Reschnungen zur Verfügung gestallt gin. D’Keessereviseure sinn ganz zefridde mam Jean senger Arbescht an hunn him Décharge ginn. No der Tribune Libre wou d’Méiglechkeet besteet fir Punkten unzeschwätzen déi net um Programm stinn, waren d Memberen domat averstan fir dem ganzen Comité Décharge ze ginn.

20


bulli

Wanter 2009

Artikel AG 2008

Déi Memberen déi sech fir den neie Comité 2009 opgestallt hunn stellen sech fir a soe weieng Charge si welles hunn ze iwwerhuelen. Nei dobäi sinn dëst Joer: Lis Cloos, Michel Hansen, Danièle Mousel an de Marc Becker. D’Chargë sinn wei follegt verdeelt: President – Max, Vize-President – Micky, Secrétaire – Marc, Trésorier – Jean, Programme d’échanges – Lis, Délégué aux relations publiques – Michel, Gestion des fichiers & Site Internet – Joël, Délégués aux publications – Danièle a Marc. D’Memberen hunn de Comité approuvéiert an nach 2 Keessereviseure fir d nächst Joer gewielt. Nodeems d’AG ofgeschloss wor, gouff et Fräibéier fir d Memberen, an déi nei Memberskaarte fir 2009 sinn verkaf ginn. No zwou Stonnen Fräibéier, sinn mer dunn zu puer weider op den Bréisseler Bal gefuer, wou onse frësch gebakene President sech eng Freed draus gemach huet, fir deenen an der Keess den neie Comité, op engem Béierdeckel opgeschriwwen, ze iwwerginn. Zu onser Iwwerraschung hunn si dat als bal normal, ouni weideres ugeholl, an sou geet och dës Aktivitéit zu Enn. Hei nach eng Kéier e grousse Merci un déi di d’lescht Joeren eng super Arbescht gelëscht hunn an sech elo aus dem Comité zeréck zéien: Philippe, Tom, MarcPhilippe an de Pol.

vum Micky Dauphin

21


bulli

Wanter 2009

Déi méi leschteg Säiten

Kleng Witzer zur Opmonterung: There are 10 kinds of people. Those who understand binary notation, and those who do not.

22


EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

Bulli 2008_4  
Bulli 2008_4  

Aneil Bulli 2008_4