Page 1

2 0 0 8

Hierscht

bulli

bulli bulli

EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG

PORT PAYÉ P/S. 083


IWWERSIICHT Hierscht 2008

3 4 6 10 14 16 17 18 22 24

Virwuert Den ANEIL-Comité 2008 Rapport Visite Centre de tri vun der Poste 50 Joer Feier vun der ANEIL Revue de presse “50 Joer Feier ANEIL” Rapport Foire de l’étudiant Rapport Foire de l´étudiant 2007 Invitation Visite FANUC Invitation Generalversammlung 2008 Reportage Astron Buildings S.A.

IMPRESSUM

Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: comite@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren: Philippe Alzin, Max Friob, Jean Mahowald, Marc-Philippe Hengen, Pol Hoffman

Chefredakter: Marc-Philippe Hengen

Layout: Marc-Philippe Hengen

Drock: Imprimerie Rapidpress D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.


bulli

Hierscht 2008

VIRWUERT

t r e u Virw Salut Memberen an Frënn vun der ANEIL,

Fir datt d’Zäit op den laange kalen an däischteren Wanter Owenter net ze laang geet, haalt dir den Bulli Editioun Hierscht an den Hänn! D’Joer 2008 geet elo esou lues op en Enn. Dëst war e ganzt speziellt Joer fir ANEIL, mir hunn dën 15 November eis 50 Joer gefeiert. Eng 200 Leit waren op dëser Feier präsent fir dësen Gebuertsdag zesummen mat eis ze feieren. Et feiert een jo nëmmen emol 50 Joer an aus dem Grond haten mir d’Feier dann och grouss opgezünn an etlech Éieregäscht haten esou och de Wee op den Kierchbierg fonnt. Zu dem Ulass haten mir dann och eng 100 Saiteg Brochure erausbruecht wou mir déi lescht 50 Joer nach emol Revue passéieren gelooss hunn an wou och aner interessant Artikelen dran ze fannen sinn. Ech mengen et war eis wierklech geglongen eng immens interessant Feier op Been ze stellen mat engem super interessanten Programm an mat engem Eirewein de keng Wënsch oppen gelooss huet. Wei all Joer am November waren mir dann och nees op der Studentenfoire mat eisem Stand vertrueden. Do hunn mir probéiert esouvill Leit wéi méiglech vun eisem Studium ze iwwerzeegen, wou jo och am Moment d’Beruffsaussiichten guer net schlecht sinn fir den Ingenieur! Zu béiden Aktivitéiten hunn mir och selbstverständlech nees en Artikel geschriwwen den dir an dëser Ausgab liesen kennt. Well dëst och domatt den leschten Bulli fir Joer 2008 ass bleift mir elo näischt anescht méi wei den Memberen, Sponsoren an Frënn vun der ANEIL schéin Chrëschtdeeg an e gudden Rutsch an neit Joer ze wënschen. Vill Spaass beim Liesen Äre President Philippe Alzin

3


bulli

Hierscht 2008

DEN ANEIL-COMITE 2008 Philippe Alzin Président Aachen - Maschinenbau 30, rue Léon Kauffmann L-1853 Luxembourg/Cents Tel: 45 23 67 Rütscherstr. 165/408 D-52072 Aachen Tel: 0049/241/99 66 055 E-mail: philippealzin@yahoo.de

Laplume Tom Vice-Président Lausanne-Génie mécanique 44, rue des Cerises L-6113 Junglinster Tel: 661 789 538 Chemin de Veilloud 16 CH- 1024 Ecublens Tel: 0041/764 635 5155 E-Mail: tom.laplume@epfl.ch

Cloos Marc Secrétaire Aachen - Maschinenbau

Jean Mahowald Trésorier München - Physik

13, rue des Alliés L-4712 Petange Tel: 661 77 31 54

30, rue des Prés L-4941 Bascharage Tel: 661 613614

Rolandstr. 7 D-52070 Aachen Tel: 0049 241 47 598 553

Emmanuelstr. 11 D-80796 München Tel: 0049/176/24041758

E-Mail: marc.cloos@web.de

E-Mail: mahowaldj@gmx.de

Dauphin Micky Délégué aux programmes d’échanges Karlsruhe - Architektur

Max Friob Délégué aux relations publiques Aachen - Maschinenbau

3, rue Belle-Vue L-7309 Steinsel Tel: 661 171 083

54, rue de Dahlem L-4997 Schouweiler Tel: 37 20 28

Werderstr.89 App.41 D-76137 Karlsruhe Tel: 0049/176 22 513 865

Rolandstrasse, 40 D-52070 Aachen Tel: 0049/241 44 64 844

E-Mail: mickydauphin @gmail.com

E-Mail: friob@gmx.net

Joël Schintgen Gestionnaire des fichiers Lausanne - Informatik 2, op der Schanz L-6225 Altrier Tel: 661 64 91 64 ch. des Alouettes 4 CH-1024 Ecublens Tel: 0041 79 362 86 16 E-Mail: schintgenj@gmail.com

Marc-Philippe Hengen Délégué aux publications Kaiserslautern Elektrotechnik 16, um Bourbierg L-3335 Hellange Tel: 621 169 543 Kurt-Schumacher Str, 34 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/176 2631 8306 E-Mail: mphengen@yahoo.de

Pol Hoffmann Délégué aux publications Aachen - Maschinenbau

4

Stéphane Colas Membre coopté Zürich - Elektrotechnik

18,rue de la gare L-3377 Leudelange Tel: 691 665 364

23, allée Léopold Goebel L-1635 Luxembourg Tel: 691 507 324

Roermonderstr.112a D-52072 Aachen Tel: 0049 241 412 26 25

Berninastrasse 11b CH-8057 Zürich Tel: 0041 76 334 97 06

E-Mail:pol.hoffmann@gmail.com

E-Mail: colass@ee.ethz.ch


PublicitĂŠ INCA (schwarz/waiss)


bulli

Hierscht 2008

Rapport Visite Centre de tri vun der Poste

Rapport Visite Centre de tri vun der Poste

Den 15. November ass d’Aneil den neien Centre de tri vun der Poste ob Beetebuerg (mat enger Trupp vu sage und schreibe 8 Mann) kukken gaangen. Hei kruten mer alles iwwert den Courrier erziert deen am Ländchen sou daagdeeglëch verdeelt gett, a wat een maan muss, fir dass en och ob där Adress ukënnt wou hien hi soll. Mais lo mol alles schéin der Rei no. Obgaang ass den Zentrum den 10. Juli 2006, an huet zanter hier den Zentrum ob der Gare an der Staat ersat. D’Tätegkeeten vum neien Centre de tri sin d’Sortéieren vun Standard- an Groussbréiwer an daat suwuel vu nationale wi internationale Sendungen, d’Beabëschtung vun Aschreiwbréiwer, d’Sortéierung vu Päck an d’Verschécken vun Zeitungen a Reklammen (alles Saachen, di en sech och lo net onbedéngt aanëscht vun enger Poste awaart hätt).

An Zuelen ausgedréckt sinn daat all Daag bis zu1,2 Milliounen Bréiwer, 100.000200.000 Zäit- schrëften, 8000 Aschreiwbréiwer, 4000 Päck an em di 200.000 Sendungen fir an d’Äusland. A well een a Krisenzäiten jo domm wir, 1000 Léit anzestellen (di zu allem Iwwerfloss och nach Staatspéien kriiten) fir des Aarbecht z’erleedegen, stinn dofir am Centre de tri 5 grouss Sortéiermaschinnen déi dofir suegen, dass den Recommandé vun der Police Grand-Ducale och rechtzäiteg doheem um Dësch läit.

Trotzdeem kann net ganz ob manuell Aarbecht verzicht ginn, sou schaffen nach ongeféier eng 250 Léit hei, di all Daag während 11:00 Auer Moies an 6 Auer Moies den Daag dropp (daat ass iwwregens

6


PublicitĂŠ AP Kieffer (schwarz/waiss)


bulli

Hierscht 2008

Rapport Visite centre de tri vun der Poste

den Zäitintervall deen ee Bréif hei maximal verbréngt) des Anlagen bei hirer Aarbecht ënnerstëtzen. Zu de Maschinnen kann graff gesoot gin, dass et séch em Fliessbänner (gréisstendeels) handelt, di mat enger optëscher Miessariichtung (iwwregens kennen des och relativ gudd Handschréften erkennen) äusgerüst sinn, fir dann d’Bréiwer no engem gewielten Kritère (Gewiicht, Gréisst, Postleitzahl etc.) ze sortéiren. Den Mangel un Intelligenz (och nach als „aus technëschen Grënn“ bekannt) vun dése Maschinnen bewierkt nu leider awer mol, das net all Bréif gelies oder sortéiert kann ginn. Des Bréiwer späitzt d’Maschinn dann irgendwou ennerwee erem eräus, an si mussen uschléissend ob der Hand no deenen éischten 2 Stellen vun der Postleitzahl sortéiert ginn.

Vum Max Friob.

8


PublicitĂŠ CFL (schwarz/waiss)


bulli

Hierscht 2008

50 Joer Feier vun der ANEIL

50 Joer Feier vun der ANEIL

Den 15ten November war et esou wäit, den Dag vun der 50 Joer Feier vun der ANEIL war do. Een flotte Kader, gutt Riedner, vill Gäscht, vill Gléckwënsch an natierlech vill Wäin hunn ob dëser Feier fir uerdentlech Stëmmung gesuergt. Mee wei ass et eigentlech dozou komm? Loossen mer mol d‘Virbereedungen an den Dag selwer vum 50 järegen Gebuertsdag Revue passéieren. Den Komitee ass schon an der Mëtt vum leschtem Joer drop opmierksam gemeet ginn, dass d’ANEIL 2008 hiert 50. Liewensjoer gif erreechen. Kuerz drop huet sech den Aneil’s Komitee dun mat den Hären Yves Elsen, Pierre Mangers (fréier Presidenten an vun der ANEIL) an François Jäger (President vun onsem Dachverband, der ALI, riets am Bild) fir eng kleng Brain-Storming Reunioun zesummen gesaat, fir Äntwerten op folgend Froen ze sichen: An wei enger Form sollten mer den Cinquantenaire dann celebréieren, eppes grousses, klenges oder vläit guer net...? Guer net... nee dat koum direkt vum Dësch, well et krut een jo schon ëmmer agetriichtert (an der Kannerstuff oder esou...) dass all Grond gutt genuch wier fir d‘Stepp fléien ze loossen. A wa schon, da schon! Sou hun mir décidéiert eng Feier mat villen Riedner, engem groussen Virtrag an duerno engem gemittlechen Éierewäin wou sech Jonk an Aal bei engem gudde Patt kinnten zesummentreffen, ob d’Been ze stellen. Den Datum (Samschdes den 15ten November) wor dunn och relativ schnell fond, well mer jo wollten sou vill wi méiglech Studenten fir eist Fest gewannen an sech den Weekend vun der Foire de l’étudiant dofir nëmmen sou ugebueden huet. Als Riedner war direkt kloer, dass’en mer den Héischschoulminister den Här Biltgen, (deen trotz senger Blessure un der Hand un der Feier deelhuelen wollt, lénks am Bild) den Här François Jäger an den Philippe als President vun der ANEIL geifen zu Wuert kommen loossen. Mee domatter haten mer eis allerdéngs nach net zefridden ginn. Bei den Recherchen zu der Brochure fir ANEIL sinn mer an den Archiven nach op vill Nimm gefall, déi ANEIL zu deem gemat hunn wat si haut ass. Dobäi huet den President Fondateur, den Här Paul Nilles, natierlech och net dierfen fehlen. Mir hunn eis gefrot, wisou eigentlech net gläich mam Här Nilles Kontakt ophuelen, an froen op hien net och wéilt e puer Wuert soen? Mir waren ganz houfreg drop, dass den President Fondateur direkt bereet war op eis Feier ze kommen an eis den Ufank vun der Association z’erzielen.

10


bulli

Hierscht 2008

50 Joer Feier vun der ANEIL

Hei een klengen Anbleck an seng Ried: « Et les étudiants-Ingénieurs? Ils étaient directement concernés par la Recherche Nucléaire Commune Européenne sachant que quatre Centres de Recherche allaient être installés par Euratom à Ispra, à Aix-en-Provence, à Petten et à Mol. Avec mon collègue nous essayions de trouver dans l’assistance des collègues d’autres Ecoles Supérieures. Nous nous sommes finalement retrouvés à 5 ou 6, notammant d’Aix-la-Chapelle, Liège et Zurich et nous étions tous d’accord pour dire que que si nous voulions que le point de vue des étudiants ingénieurs soit pris en compte, il fallait se grouper et montrer que nous représentions l’ensemble de ces étudiants. Pour cela il fallait créer une structure et c’est ainsi que l’idée de l’Aneil est née. » Als Gaaschtriedner fir den Virtrag sinn eis vill Nimm an den Kapp komm, mee grouss Begeeschterung war beim Här JeanClaude Biver (lénks am Bild) opgeflunn, CEO vun Hublot Genève an der Schwäiz. Zweiwel sinn opkomm, op deen eigentlech Zäit hätt, an och iwwerhaapt weilt um Cinquantenaire een Virtrag halen. Nom Motto Froen kascht jo näischt kruten mer och direkt eng positiv Äntwert. Schlussendlech huet et sech als groussen Erfolleg erginn dass’en mer den Här Jean-Claude Biver, Manager of the Year 2006 an der Schwäiz konnten als Speaker gewannen. Net nëmmen huet en eis an senger Presentatioun (L´horlogerie haut de gamme, le produit, le message et la marque) vun senger eegener Relioun „L’amour“ erzielt wou et dorëms geet, dass een all Mënsch soll respektéieren, mat den Leit deelen an ganz wichteg och verzeien kennen, mee och vun sengem Erfolleg als Manager huet en eis vill Tipps op den Wee ginn;

Dat Wichtegst fir een jonken Mënsch ass Schaffen. Et muss een éiergäizeg sinn an vill schaffen wann een eppes Grousses erreechen well. Mee Schaffen alleng geet net duer, Kreativitéit ass och een grousse Faktor dobäi. Wat kann een Nei man, wat kann een veränneren dass eppes zu engem Magnéit fir Clienten get? Beispill vum Louvre ass gefall,

11


bulli

Hierscht 2008

50 Joer Feier vun der ANEIL

wou Traditioun mat dem Modernen, dat aalt traditionellt Gebai mat der moderner Glaspyramide zesummentrefft. D’Resultat ass jo bekannt, eng wonnerschéin Platz déi net nëmmen Paräiser zum Staunen bréngt.

Et muss een allerdéngs net alles selwer erreechen, Hëllef vun aneren Leit ass den A an O vum Erfolleg. Duerch dei 3 Faktoren, sou den Jean-Claude Biver, léisst sech dat bëssen Gléck dat nach fir den Erfolleg fehlt, erzwengen. Et kann een hei just na soen, dass et wierklech impressionant war, dësem geniale Riedner nozelauschteren, deen an allen Hisiichten versteet säin Public ze begeeschteren an ech jidderengem just uroden kann, wann een d’Geleeënheet huet op een Virtrag vum Jean-Claude Biver ze goen, déi och onbedéngt ze notzen. Mat groussem Stolz konnten mer op der Feier och eis flott Brochure du Cinquantenaire virstellen, déi mat ganz vill Aarbecht verbonnen war. Den Komitee huet keng Méi gescheit an huet vill Interviewen mat jonken Firmenchefen an Reportagen vun fréieren Memberen vun der ANEIL déi hiren berufflechen Alldag erzielen zesummegestallt. An esou enger Brochure däerf natierlech een Historique och net fehlen. Dësen Artikel as mat e puer witzegen Anekdoten zesummegestallt déi den Komitee an den Archiven entdeckt huet. Dozou kommen nach Statistiken iwwert Memberen vun der ANEIL an den leschten 50 Joer, all Komiteeën vun 1958 bis elo an een Reckbleck vum Mythos Ingenieur, wei en fréier an haut agéiert. Wien elo leider keng Zäit hat op d’Feier ze kommen, an trotzdem een Exemplaire vun dëser Brochure wëllt hunn, soll se sech einfach eng bei

12


bulli

Hierscht 2008

50 Joer Feier vun der ANEIL engem vun den Komitees Memberen ufroen.

Zum Schluss, wei et sech op enger Feier gehéiert, huet den Éierewäin net dierfen fehlen. Hei konnten sech an enger gemittlech Atmosphère déi jonk an Futur Ingenieuren mat den Invitéen vun deem Nomëtten op eng lacker Art an Weis ënnerhalen.

Als Kiischt um Kuch huet ons den Oochener Männerchouer nach e puer Lidder vun hirem Programm zum Beschten gin, an esou fir eng lëschteg Stëmmung gesuergt.

Ofschléissend wëllen mir als Komitee all den Leit dei an iergend enger Form zu der Organisatioun vum Cinquantenaire bäigedroen hunn een grousse Merci soen. Ouni hir Hëllef an Ënnerstëtzung hätt d’Feier an d’Zesummestellung vun der Brochure bestëmmt net deen Erfolleggehat, deen d’ ANEIL vir hiren 50. Gebuertsdag konnt verzeechnen. Als Komitee bleift eis un dëser Stell och just nach vun eis der ANEIL eis Gléckwënsch ze ginn an hir nach vill erfollegräich Joren ze wënschen.

Vum Jean Mahowald

13


bulli

Hierscht 2008

Revue de presse “50 Joer Feier ANEIL” Veröffentlichung im “Luxemburger Wort” vom 17.11.08:

Veröffentlichung im “Journal” vom 18.11.08:

14


bulli

Hierscht 2008

Revue de presse “50 Joer Feier ANEIL”

Veröffentlichung im “Luxemburger Wort” vom 03.12.08:

15


bulli

Hierscht 2008

Rapport Foire de l’étudiant

Rapport Foire de l’étudiant

Sou wei all Joer wore mir och dëst Joer rëm op der Foire de l’ Étudiant an hu probéiert de Schüler den Ingenieursstudium schmackhaft ze maachen an den Interesséierten hir Froen ze beäntweren.

Fir d’Leit op eise Stand ze lackelen, haten mir ons sou munneches ausgeduecht. Vun der Firma Good Year haten mir een opgeschniddene Camionspneu kritt, wou d Schüler déi verschidde Schichten an Materialien konnten bewonneren aus deenen esou een Pneu besteet.

Doniewent hate mir ons dëst Joer Ënnerstëtzung bei der Firma FANUC Robotics vun Iechternach gefrot. Si waren esou fein eis een héichmodernen Roboter vum Typ LR Mate 200iC fir eise Stand ze léinen. (Op dëser Plaz wëll ech drun erënneren, dass den 22.Dezember eng Visite op den Site vun FANUC Robotics geplangt ass!) Dëse Roboter hat awer net nëmmen d’ Visiteuren vun der Foire beandrockt, mee en huet och wei ee Jungbrunnen ob deen een oder anere Comitésmember gewierkt. Well dee Roboter relativ einfach programméiert konnt ginn, sinn phantastesch Programmer während deenen 2 Deeg entstanen. Mir hunn him z.B. bäibruecht wéi een d’Wierder ANEIL an ROBOT schreift oder wéi een e Slalom méi oder manner erfollegräich absolvéiere kann. Dat

16


bulli

Hierscht 2008

Rapport Foire de l’étudiant Rapport Foire de l’étudiant

beschte Spill dat erfonnt ginn ass, an dat och deen gréissten Succès bei de Schüler a Studente hat, war awer sécherlech d’Ëmprogramméiren vum Roboter zu der sougenannter „Automatic Machine To Throw Ferromagnetic Objects Into The Faces Of Unsuspecting Students and Members of The ANEIL“. De Spilltrieb dee rëm erwächt ginn war, hat dozou gefouert, dass mir allméiglech Spillsaache vun doheem matbruecht hunn (et ass jo bekannt dass, deen een oder aneren Ingénieursstudent nach net aus dem Alter vum Micky Maus liesen eraus ass, an och nach gären am Daniel Düsentrieb Pyjama schléift). Sou hate mir herno d’Studentenduerf fest am Grëff mat eise miniaturiséierten Loftanheeten (Mini-RC-Helikopter an Fliger), an hunn sou munchen UNI.LUianer domat rose gemaach. Et schéngt eis schon bal onnéideg ze betounen, dass eise Stand sou zimlech deen attraktivsten vun der ganzer Foire war. Och dëst Joër sinn rëm déi typesch Froën bei de Schüler opgetaucht. Sou huet z.B. erëm missen erkläert ginn wat een Ingenieur eigentlech ass (Schüler: „ech sinn op enger Section B a wëll dofir Ingenieur maachen...mee ech hunn do eng kleng Fro: Wat ass dat eigentlech??“). Och aner klassesch Froe wéi: „Ech sinn net op der B an wëll Ingenieur maachen...mee ech hunn héieren, dass een sech awer misst mat Mathe auskennen, ass dat wouer?“ - sinn bravouréis vun eisen opopfernden Comitésmembere beäntwert ginn. Dat war wuel och eisem Héichschoulminister Fränz Biltgen zou Ouere komm. Deen huet nämlech an senger Ried op der 50 Joer Feier erwähnt, dass säi Fils um ANEILs Stand passéiert wier a mustergültech berode gi wier. Do war den Här Minister voller Hoffnung, dass säi Jong eppes Uerdentleches mat sengem Liewe mécht an Ingenieur gëtt. Zum Schluss nach ee grousse Merci u FANUC fir dee phantastesche Roboter, d’Comitésmemberen, an natierlech un all d’ Leit déi matgehollef hunn de Roboter ze ënnerhalen, obwuel en anscheinend fir e puer Leit net genuch Sensortechnik hat...

vum Pol Hoffman

17


bulli

Hierscht 2008

Invitatioun Visite Fanuc

Invitatioun Visite FANUC Robotics Europe S.A. Léiw Memberen, Méindes den 22 Dezember 2008 geet et mat der ANEIL ob eng Première! Nämlech hun mer bekanntschaft mat FANUC Robotics (dier erënnert iech bestëmmt nach all un deen räuen Roboter um ANEIL’s Stand vun der Foire de l’étudiant) gemaach, an dofier hun mer eis virgeholl des Firma ob Echternach besichen ze goen. Wéi der vläit schon erahnt entwéckelt a baut Fanuc Industrieroboteren, Servomotoen, CNC Steierungen, Beabëschtungsmaschinnen, Léisergeneratoren an nach vill méi. Den Oflaaf vun der Visite dierft séch folgendermoossen gestalten: Treffpunkt: 10 Auer Moies zu Echternach bei der Fanuc um Parking (de plan d’accès fannt der ennendrënner).

18

Dauer:

2-3 Stonnen, natiirlëch mat gesponsertem Mëttëgiessen!

Umellen:

Su séier wi méiglech bei mier (friob@gmx.net), well mer wëssen mussen, zu wifill mer untrieden.


PUB P&T (NOIR/ BLANC)


bulli

Hierscht 2008

Invitation Visite Fanuc

E gudde Grond fir matzegoen: Den Daag wou mer d’Visite entaméiren, huet Fanuc hier scheinsten an intressantesten Roboteren hei zu Echternach äusgestallt. Sou kréien mer hei e Roboter dee Golf spillt, en dee Kicker spillt, en dee fast food verpaakt, an nach ganz aner schéin Spillsaachen gewisen… Wéi der gesidd, ass de Programm vollwärteg, dofier wien net mat geet, ass selwer Schold! Vum Max Friob

20


PUBHOMEPAGE ANEIL (NOIR/ BLANC)


bulli

Hierscht 2008

Invitatioun Generalversammlung

Invitatioun fir d´ANEIL´s Assemblée Générale den 28. Dezember 2008

Salut léiwe Member,

Hei ass d’Invitatioun fir eis Generalversammlung, Donnegden den 28. Dezember 2008 um 19.00 hrs am Scott’s Pub am Gronn. Mir hunn den eischten Stack fir d‘ANEIL reservéiert a ginn e Faass Béier un d‘Memberen an d‘Sponsorenvertrieder zum Beschten. Dir sidd all häerzlech agelueden den Offschloss vum Joer an d‘Wahl vum neien Comité mat eis zesummen an enger gemittlecher Atmosphäre ze feieren. Vergiesst net äer Memberskaart matzebrengen.

22


bulli

Hierscht 2008

Invitatioun Generalversammlung

Ordre du jour: 1. Mot de bienvenu vum President 2. Rapport vun den Activitéite vun dem Sekretär 3. Keeserapport vum Trésorier 4. Rapport vun den Keesenrevisoren 5. Tribune Libre 6. Décharge vum Comité 2008 7. Bestemmung vun dem Wahlbüro mat 2 Memberen 8. Oprufen vun de Kandidate fir den Comité 2009 9. Virstellung vun de Kandidaten 10. Wahl vun dem/der President/in 11. Wahl vun den Comitésmemberen 12. Wahl vun den 2 Keeserevisoren 13. Nominatioun vun den Déléguéen 14. Virstellung vum Programm 2009 15. Clôture vun der Generalversammlung 16. Freibéier fir Memberen an Sponsorenvertrieder (20.00-22.00 hrs)

Adresse :

Scott’s Pub 4, Bisserwee L-1238 Luxembourg

vum Marc-Philippe Hengen

23


REPORTAGE ASTRON (NOIR/ BLANC)


REPORTAGE ASTRON (NOIR/ BLANC)


REMERCIEMENTPDF (NOIR/ BLANC)


EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

PUBLICITÉ PAUL WURTH (FARWEG)

Bulli 2008_3  

ANEIL Bulli 2008_3

Read more
Read more
Similar to
Popular now
Just for you