Page 1

2 0 0 7

Hierscht

bulli

bulli bulli

EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG

PORT PAYÉ P/S. 083


IWWERSIICHT 3 / 2007

3 4 7 10 11 15 17 18 21

Virwuert Den ANEIL-Comité 2007 Rapport Visite Astron Buildings S.A. IAESTE Practical Training abroad Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007 Reel 2007 Foire de l´étudiant 2007 Visite Luxair Cargocenter Rapport Visite Cargocenter

IMPRESSUM

Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: comite@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren: Isabelle Crauser, Jan Even, Philippe Alzin, Tom Laplume, Max Friob, Jean Mahowald

Chefredakter: Marc-Philippe Hengen

Layout: Marc-Philippe Hengen

Drock: Imprimerie Rapidpress D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.


bulli

Hierscht 2007

VIRWUERT

t r e u Virw Salut Memberen an Frënn vun der ANEIL,

Daat neit Schouljoer huet rem ugefaang an domadder och den Studenten-Alldag. A fir datt d’Zäit op den laange kalen an däischteren Owenter net ze laang get, haalt der den Bulli Editioun Hierscht an den Hänn! Ufank vum Schouljoer bedeit och emmer REEL an Studentefoire. Op beiden Plaatzen waren mir selbstverständlech wei all Joer nees vertrueden. Op der Studentenfoire hun mier probéiert souvill Leit wéi méiglech vun eisem Studium ze iwwerzeegen, wou jo och am Moment d’Beruffsaussiichten guer net schlecht sin fir den Ingenieur! Zu beiden Aktiviteiten hun mir och selbstverständlech nees en Artikel geschriwen den dir an deser Ausgab liesen kennt. Aus organisatoreschen Grenn hun mir den Datum fir international Rees vir dest Joer verrekelt, daat lait dorun dass vum Comite keen do war den Zeit gehat hätt fir mat ze goen. Mir huelen dei Rees awer am Laaf vum Joer 2008 no. Joer 2008 steet sou wei ganz am Zeechen vun der ANEIL well mir feieren nächst Joer eis 50 jähregt Bestehen. Well dest och domatt den leschten Bulli fir Joer 2007 as bleiwt mir elo neischt anescht mei wei den Memberen, Sponsoren an Frenn vun der ANEIL schein Chreschtdeeg an e gudden Rutsch an neit Joer ze wenschen.

Vill Spass beim Liesen Are President Philippe Alzin

3


bulli

Hierscht 2007

DEN ANEIL-COMITE 2007 Philippe Alzin Président Aachen - Maschinenbau 30, rue Léon Kauffmann L-1853 Luxembourg/Cents Tel: 45 23 67 Rütscherstr. 165/408 D-52072 Aachen Tel: 0049/241/99 66 055 E-mail: philippealzin@yahoo.de

Laplume Tom Vice-Président Lausanne-Génie mécanique 44, rue des Cerises L-6113 Junglinster Tel: 661 789 538 Chemin du Veilloud 16 CH- 1024 Ecublens Tel: 0041/764 635 5155 E-Mail: tom.laplume@epfl.ch

Lepage Marc Secrétaire Aachen - Elektrotechnik

Isabelle Crauser Trésorier Lausanne - Chimie

19, rue Leck L-8390 Nospelt Tel: 621 228 279

43, rue Emile Metz L-2149 Luxembourg Tel: 691 220 584

Auf der Hörn 3 D-52074 Aachen Tel: 0049/241/4128969

Chemin de la Chiésaz,15 CH-1024 Ecublens Tel: 0041/78 91 30 948

E-Mail: marcle1@pt.lu

E-Mail:isabelle.crauser@epfl.ch

Majerus Anne Délégué aux programmes d’échanges Aachen - Physik

Max Friob Délégué aux relations publiques Aachen - Maschinenbau

4, rue Principale L-7475 Schous Tel: 691 820 186

54, rue de Dahlem L-4997 Schouweiler Tel: 37 20 28

Karlsgraben, 5 D-52064 Aachen Tel: 0049/176 22 06 11 22

Rolandstrasse, 40 D-52070 Aachen Tel: 0049/241 44 64 844

E-Mail: anne_majerus @rwth-aachen.de

E-Mail: friob@gmx.net

Tom Scharfe Gestionnaire des fichiers Karlsruhe - Bauingénieur 44, rue de Bertrange L-8216 Mamer Tel: 31 26 01 Kaiserstrasse, 66A D-76133 Karlsruhe Tel: 0049/721 20 41 042 E-Mail: moti@moti.lu

Marc-Philippe Hengen Délégué aux publications Kaiserslautern Elektrotechnik 16, um Bourbierg L-3335 Hellange Tel: 621 169 543 Kurt Schumacher Str, 34 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/176 2631 8306 E-Mail: mphengen@yahoo.de

Jean Mahowald Délégué aux publications München - Physik 30, rue des Prés L-4941 Bascharage Tel: 661 613614 Emmanuelstr. 11 D-80796 München Tel: 0049/176/24041758 E-Mail: mahowaldj@gmx.de

4


PublicitĂŠ INCA (schwarz/waiss)


PublicitĂŠ Editpresse (schwarz/waiss)


bulli

Hierscht 2007

Rapport Visite Astron Buildings S.A.

Visite Astron Buildings

Freides den 7. September 2007 haten mer eppes an der Aneil, daat nach nie do wor. Anzwar sin mier dun mat 20 motivéierten Memberen Astron Buildings ob Diekirch besichen gaangen. Well sech wahrscheinlech lo vill vun iech froen wärten waat daat ass, well ech mol schon esou vill verroden: Mer hun do giess, an NEE et ass keen Restaurant. Awer lo mol fier ugefaangen: Ursprünglech as Astron Buildings eng amerikanesch Firma déi (wéi ech mengen richteg an Erennerung ze hun) sech mat der Hierstellung vun Bagger- an Camionshydrauliken beschäftegt huet, an fier déi et deemols dofier net onintressant war, eng Zweigstell am Nokrichseuropa (wou den Besoin un sou Maschinen wéinst den Obbauaabechten immens war) ze hunn. Sou koum et wéi et huet missen kommen, an 1962 hun si dun ee Sëtz hei bei eis zu Diekirch obgemaach. Irgendwéi stoungen deemols d’Bauingénieuren, déi daat ganzt sollten opriichten, ennert engem gehéierlechem Zäitdrock, sou dass si sech hun missten eppes afaalen loossen, fier deen ganzen Betrieb hei innerhalb vun ee puer Méint stoen ze hun. Dofier hun si missten bei enger aanerer Gesellschaft aus Amerika ferdeg Haalen fier hier Fabrik importéiern, déi dann hei zu Lëtzebuerg just nach hun missten End-montéiert ginn. Séier wor dun och hei an Europa kloer, wat fier eng Vierdeeler des färdeg Haalen hätten, sou dass Astron ab 1965 färdeg Normhaalen äus Amerika fier Europa importéiert huet. Ab 1966 hun sie och dun ugefaangen hier eegen Deeler ennert Amerikanescher Lizenz ze bauen, bis du schliesslech 1977 d’Aféierung vum AstronBausystem gemach gouf, deen ab deem Datum och den Iwwergang vum Fäerdegbau zum Systembau (no europäeschen Normen an Moossen) gemaach huet. 2005 gouf Astron schlussendlëch vum Schwedeschen Group Lindab (deen bis dohinner hieren stärksten Konkurrent war) iwwerhol, mais am groussen Ganzen huet sech net méi all ze vill iwwert hier Produktgamme (déi och nach nierft fäerdegen Haalen, Ventilatiounsproduiten an einfach Profiller, wéi z.B. Kullangen, emfaasst) während all deenen Joeren geännert.

7


bulli

Hierscht 2007

Rapport Visite Astron Buildings S.A. Den Site vun Diekirch ass haut déi europäesch Firmenzentral vum ganzen Group, och verfügt den Site iwwert een Konstruktiounsan Distributiounsdeel souwéi enger eegener Produktioun, déi mer ob dëser Visite konnten vun méi no ënnert d’Loupe huelen. Beim Produit deen hei zu Diekirch hiergestallt gëtt, handelt et sech usschliesslech em pré-fabrikéiert Haalen, an zwar musst der iech daat esou virstellen wéi eng Lego-Konsrtruktioun, wou der all eenzelt Element als éischt mol hierstellen musst.

Nodeems daat réit Material (wéi uewen am Bild) ob Mooss geschnidden gouf, geet et wëider Richtung Schweessanlag (Bild ënnendrënner), wou dann di eenzel Deeler zu Träger (d’Träger ginn geschweesst, well d’Konstruktioun dono sou liicht wéi méiglech soll sinn, an dofier Stranggegossen Träger net geegent sinn) oder eben aneren Deeler zesummengesaat gin.

Dono geet et normalerweis weider an hier Lackéierei, wouno se dann fir den ooftransport färdeg gemaach ginn. Erwähnungswert ass heibäi, dass all di eenzel Deeler di an hierer Produktioun gefärdegt gin, problemlos mam Zuch oder mam Camion ob hier respektiv Baustellen gefouert kenne gin.

8


bulli

Hierscht 2007

Rapport Visite Astron Buildings S.A.

Ob der Baustell gläicht dann alles wéi engem groussen Baukasten, wou déi eenzel Deeler dann genau no Konstruktiounsplang zesummen gesaat gin. De Schwierechkeetsgraad vun dese Bausätz ass allerdings variabel, woubäi et haut och méiglech ass Gebeier mat méi Stäck an deser Fäerdegbauweis obzeriichten. Och wann ech perséinlech bis elo och net sou richteg wosst, waat Astron zu Lëtzebuerg sou genau maache géif, muss ech soen dat ët wirklech iwwerraschenswäert war ze héiren an ze gesinn, wéi grouss den Domaine schlussendlech awer ass, an deem si täteg sinn. An esou kann een, wann een dobaussen mol ee bessen oppasst, och mol daat eent oder aanert Gebei vun hinnen erkennen an bestaunen...

vum Max Friob

9


bulli

Hierscht 2007

IAESTE - Stages pour étudiants ingénieurs

IAESTE International Association for the Exchange of Students for Technical Experience

Stages pour étudiants-ingénieurs L’IAESTE –International Association for the Exchange of Students for Technical Experience – est une confédération d’organismes nationaux de quelques 85 pays. Chaque année elle permet à environ 7000 étudiants de toutes facultés d’obtenir des stages à l’étranger, leur permettant d’implémenter leur curriculum par une expérience technique/scientifique dans un cadre culturel nouveau. Dans le cadre de la globalisation, cet objectif lié à une compréhension mutuelle représente un atout majeur pour un futur cadre d’entreprise. Pour réaliser ses buts, l’IAESTE recherche dans chaque pays des placements pour stagiairesingénieurs auprès des industries et institutions nationales. Lors d’une conférence annuelle, ces stages sont échangés sur base de réciprocité entre les membres. Le Luxembourg participe depuis 1961 à cette association et a pu placer presque 400 étudiantsingénieurs luxembourgeois dans une vingtaine de pays. Le comité national (Comité Luxembourgeois pour l’Organisation de Stages Industriels – CLOSI) est composé de délégués des milieux industriels, ingénieurs, estudiantins, institutionnels et est présidé par le Ministère de l’Enseignement Supérieur.

L’échange et le placement d’étudiants de formation technique et principalement universitaire en toutes facultés d’ingénierie est déjà en préparation pour 2008. Ces stages portent en général sur une période de 8-12 semaines, voire 3 à 6 mois, et les frais de séjour sont couverts par l’indemnité de stage. Important : Les étudiants-ingénieurs préparant le niveau de bachelor, de master ou de doctorat qui sont intéressé à un stage à l’étranger en 2006 sont invités à adresser leur demande avant le premier décembre 2007 au CLOSI, agent national de l’IAESTE, en indiquant leur faculté, niveau de formation, préférence de pays et de période de stage. Les frais d’inscription sont de 100•, remboursés intégralement si aucun stage n’est disponible, resp. de 20• après remise d’un formulaire/rapport de stage.

Pour tout renseignement supplémentaire on voudra s’adresser à la Chambre de Commerce – Comité Luxembourgeois pour l’Organisation de Stages Industriels – tel : 42 39 39 210, resp. claudine.vollmar@cc.lu ou lucien.seywert@iaeste.org .

Lucien Seywert

10


bulli

Hierscht 2007

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

D’ANEIL op der IAA zu Frankfurt

D’IAA (Internationale Automobil-Ausstellung) ass déi gréissten Autos-Foire op der Welt, a fënnt fir Pkw all zwee Joer zu Frankfurt am Main statt. Organiséiert get dat ganzt vum „Verband der Automobilindustrie (VDA) “, an deem déi däitsch Autoshiersteller an –zouliwwerer regroupéiert sinn. Déi 62. Editioun vun der IAA stoung dest Joer ennert dem Motto „Sehen, was morgen bewegt“, an huet tëscht dem 13. an dem 23. September knapp 1 Millioun Visiteuren ugezunn, dorënner och 8 Memberen vun der ANEIL, déi sech den 20. September moies an aller Fréi vu Lëtzebuerg aus op de Wee fir op Frankfurt gemaach hunn.

Net manner wéi 88 Weltpremièren woren des Kéier ze bewonneren, wann een se tëscht deene ville Leit iwwerhaapt konnt erblécken. Am Mëttelpunkt stoung dobäi ouni Zweifel déi nohalteg Mobilitéit, déi net zulescht wéinst dem Drock opgrond vun der CO2-Diskussioun vun immenser Bedeitung fir d’Automobilindustrie ass. Dofir gouf et praktesch kee Stand, wou net opmanst ee wäiss oder gréng lackéierten Auto stoung, mat Opschrëften ewéi „Eco“, „Green“, „Bio“, etc., woumat déi eenzel Hiersteller hiere Bäitrag zum Klimaschutz leeschte wëllen.

Den Hybrid konnt een op deene verschiddene Stänn an all sénge Formen fannen, vu Mikrohybrid mat Start/Stopp-Funktioun am Opel Corsa oder a Verbindung mat engem Dieselmotor am Smart, iwwer Mildhybrid mat Starter-Generator z.B. an der S-Klass vu Mercedes-Benz, bis hin zum Vollhybrid mat zwou Elektromaschinnen bei BMW, Daimler an GM, déi sech zesummegedoen hunn, fir Toyota a Lexus den Hybrid-Marché net méi alleng ze iwwerloossen. Um Porsche-Stand gouf et een duerchsichtegt Modell vum Cayenne als Vollhybrid ze bewonneren, deen an Zukunft mat manner wéi 10 Liter op 100 Kilometer auskomme soll. Bei deene schwedeschen Hiersteller Volvo a Saab gouf op Flexifuel-Motoren vertraut, déi niewt Bensin och mat bis zu 85-prozentegem EthanolGemësch (E85) bedriwwe kënne ginn. Bei Saab soll dat an engem Konzeptauto och scho mat rengem Bioethanol (E100) fonktionnéieren. Bei VW war niewt deenen aktuelle „Blue Motion“ Varianten vu Polo, Golf a Co. an deem neien Tiguan och dee klenge Stad-Auto „Up“ ze gesinn, deen ab 2010 mam Smart konkurréiere soll.

11


bulli

Hierscht 2007

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

Shuanghuan Noble

Jonway UFO

Ganz vill Undrang war bei Fiat, wou deen neie 500er am Retro-Stil säin italienesche Charme spille gelooss huet. Oder waren et awer d’Hotessen, déi d’Opmierksamkeet op sech gezunn hunn? Fir vill Diskussiounen haate verschidde chinesesch Hiersteller gesuergt, déi sech ganz kéng mat hiere Plagiater vun Smart (Shuanghuan Noble), Toyota Rav4 (Jonway UFO) an BMW X5 (Shuanghuan CEO) op der IAA présentéiert hunn. Wann ee sech déi Saach awer eemol vu méi no ugekuckt huet (d’Dire ware leider all zougespaart), konnt ee feststellen, dass et am Hibléck op d’Qualitéit vun de Materialien an der Veraarbechtung wéineg Ähnlechkeet mat de Virbiller aus Europa a Japan get. Just bei Brilliance, engem chineseschen Autobauer op engem anere Stand, konnt een och am Auto Plaz huelen, an dee wéineg iwwerzeegende Banneraum méi genau ennert d’Lupp huelen. Dofir kritt een awer bei Brilliance ee groussen Auto fir ee klenge Präis, jidferengem säint also.

12


bulli

Hierscht 2007

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007 Bei Citroën um Stand gesinn se dem Hybrid seng Zukunft haaptsächlech a Verbindung mat engem Dieselmotor, fir doduerch ee Verbrauch ze hunn, deen esou geréng wéi méiglech ass. Hei konnt een dann och op engem Simulator probéieren, wéi een duerch säi Fuerverhalen de Verbrauch zousätzlech beaflosse kann. Och bei BMW stoung de Klimaschutz am Virdergronn: hei waren ennert dem Numm „EfficientDynamics“ sämtlech Baureihen ausgestallt, déi serieméisseg mat enger Rei vun eenzelne Verbesserungsmoossnahmen ugebueden ginn, mat deenen ee bis zu 20% am Verbrauch spueren kënne soll. Bei Audi huet sech alles haaptsächlech em deen neien A4 an de Q7 Hybrid gedréit. Fir Mercedes-Benz gouf, wéi och schon an deene leschte Joren, d’Festhal op der Frankfurter Messe banne komplett emgebaut, fir de Visiteuren eng Ambiance ze bidden, déi sech vun deenen aneren Stänn däitlech ofhiewt. Nodeems ee vun enger Rolltrapp op den ieweschte Stack bruecht gouf, krut ee fir déischt emol eng Schlupp Waasser offréiert, an dono konnt ee sech dann déi ganz Mercedes-Gamme um Wee fir nees erof ukucken, an all Knäppchen ausprobéieren. Mercedes-Benz F 700 D’Neiegkeeten um Mercedes-Stand waren déi oppe Versioun vum SLR McLaren, den TModell vun der C-Klass, déi een ab elo kafe kann, mä och fir déi no an déi méi wäit Zukunft hunn se beim däitsche Premium-Hiersteller sou munch Gefierer gewisen. Den E 300 Bluetec mat SCRKatalysator soll nach dest Joër erauskommen, den ML 450 H (Hybrid) kennt 2009. Ee Joer méi spéit soll schon eng B-Klass mat Brennstoffzell a klenger Serie gebaut ginn.

Am Allgemengen goufen op der IAA dest Joer vill Konzepter gewisen, déi och schon an noer Zukunft réaliséiert wäerte sinn, an net zevill futuristesch schéngen. Dat kann een vum Mercedes F 700 behaapten, engem LuxusWon, deen zum Deel en Ausbléck op déi nächst Generatioune vun der S-Klass soll ginn. Ee provokanten Design, ëmweltfrëndlech Materialien, eng kleng Sushi-Bar hannen an der Mëttelkonsol an eng Hellewull Assistenzsystemer zeechnen dese Konzeptauto aus. Highlight ass awer den 238 Päerd staarken 1,8-Liter-DiesottoMotor, deen d’Virdeeler vun Diesel- a Bensinsmotor kombinéiert, an zesummen mat Hybrid-Technik op e Verbrauch vun nëmmen 5,3 Liter op 100 Kilometer kënnt. Alfa Romeo 8C

13


bulli

Hierscht 2007

Rapport Excursion IAA Frankfurt 2007

Bei all deenen „grénge“ Gefierer war et awer och emmer nees eng interessant Ofwiesslung, wann een Hiersteller sech getraut hat, eppes op säi Stand ze stellen, wat eis Maschinnebauer-Häerzer méi héich schloe gedoen huet. Hei e puer Beispiller: Mercedes C 63 AMG (V8, 457 PS), BMW M3 (V8, 420 PS) Porsche 911 GT2 (530 PS), Alfa Romeo 8C (Maserati-V8, 450 PS), Lamborghini Reventón (V12, 650 PS opmanst), Aston Martin DBS (V12, 517 PS), Audi RS6 Avant (V10, BiTurbo, 580 PS).

Mercedes-Benz C63 AMG

BMW M3

Fir zréck op Lëtzebuerg hu mer eis dunn nees mat 90 PS zefridde ginn...

Quelle: www.autobild.de, www.auto-motor-und-sport.de

Fir d’ANEIL, Jan Even

14


bulli

Hierscht 2007

Reel 2007

ANEIL op der Reel

Den 11.Oktober, schon ganz moies fréi as eis Rees lass gaangen. München war eis Destinatioun, wou déi desjähreg Reel 2007 stattfonnt huet. Et as souzesoen den Héichpunkt am Kalenner vum letzebuerger Student. Hei kann een ennert anerem séng Problemer déi een mat sénger Uni, resp. mat den letzebuerger Administratiounen an Institutiounen huet beschwätzen. Fir desen Event as och emmer den Heichschoulminister präsent fir Ried an Äntwert ze stoen. Mais well mir vun der Aneil éischter um techneschen Deel vun deser Réunioun interesséiert sinn, welle mer eis an desem Fall och just op deen beschränken. Hei well ech eigentlech just kuerz op déi eenzel Visite agoen, déi ech matgemeet hunn an déi Freides Moies um Programm stung.

Et war dest d’Visite vu BMW, wou een konnt d’Produktiounschaine vum néien 3er BMW- Limousine als Combi suivéieren. Well mer dest an der End-montage gemaach hun, konnten mer ennert Aanerem do gesinn, wéi am Tiefziehverfahren déi eenzel Carrosserisdeeler hiergestallt gin, wouno se dun mat Schweessroboteren zu engem Ganzen verbonnen goufen. Nodeems d’Carrosserie ganz stung, sinn se weider un d’Lackéierei geleet gin, wou se hier respektiv Faarf, déi um Bestellschäin stung, kruuten. Well et sech héi em eng End-montage gehandelt huet, konnten mer leider net gesinn wéi all Eenzeldeeler vum kompletten Auto zustaanen koumen, dofir si mer direkt wéider an hier Stroos geleet gin, wou déi Clients-spezifesch Autoën schon quasi fäerdeg um Fliessband stungen an just nach drop gewaart hun dass hier eenzel Komponenten géifen mateneen vereent ginn. Op deser Plaatz hätten mer iech och gären e puer Biller gewisen, fir iech mol eng Impressioun ze ginn wéi daat hautesdags an esou enger Fliessproduktioun ofleeft, mee léider wor et eis net erlaapt Fotoen ze huelen. Versécheren kann ech iech op alle Fall, dass d’Visite impressionant ze gesin war, en plus waat ech bis dohinner net wosst dass eng vun den Qualitéitsendprufüngen dran besteet den Auto aus dem kaalen Zoustand op iwwer 150 km/h ze drécken. Vive den Rodage an Vive BMW!

15


bulli

Hierscht 2007

Reel 2007

Fir de Recht, kann ech just nach am Numm vun der Aneil dem Münchener Reelscomité nach ee grousse Merci ausschwätzen fir déi super Organisatioun. De ganzen Programm war flott, an d`Stemmung war wéi all Joer och erem immens. Vu dass d’Podiumsdiskussioun iwwert den Héichleeschtungssport zu Letzebuerg gaangen as, hun sech d’Ministeren an d’Eiregäscht net entgoen geloos selwer eng gewessen sportlech Aktivitéit Präiss ze gin. Fir déi Léit dei heiansdo op youtube.com eremgeeschteren konnten sech jo schon wahrscheinlech een Bild dofunner man, wéi d’Léit geféiert hun an hiert sportlech Talent zum Virschéin ginn hun. Bei dese Wieder well ech et elo beloossen, an déi Léit déi firwetzeg ginn sinn, opmonteren a sech eng Kéier un enger Reel ze bedeelegen an wéi ech, sech och ganz vill op déi nächst freen.

Quelle: www.reel.lu vum Jean Mahowald

D’ANEIL am Internet

www.aneil.lu 16


bulli

Hierscht 2007

Foire de l´étudiant 2007

Foire de l’étudiant 2007

Den CEDIES haat dëst Joër alt rëm an d’Foireshalen (neierdengs heescht dat jo wuel Luxexpo) op d’Foire de l’étudiant organiséiert. Fir dei gudd Léit mol eng Keier ze luewen muss ech soen datt d’Opdeelung dëst Joer vill besser wor wei d’lescht Joer. Wann se lo nach di Barrikaden tëschend den Haalen eraushuelen dann kinnt een et als richteg gudd bezeechnen.

Zum allgemengen Ooflaf vun der Foire gët et am Fong nët souvill ze zielen. Et sinn en gros all Joër dei selwëscht Froën dei emmer rem optauchen. - nee, mier sin nët den Verein vun den IST-Studenten - jo, et get en Ennerscheed tëschend Ingenieur Industriel an Ingenieur Diplomé (‘t ass komësch, soubal een vum Salaire schwetzt verstinn d’Leit den Ennerscheed och op emol) - jo, als Ingenieur fënnt een eng Aarbeschtsplaz (Letzebuerg besteet jo awer nët nëmmen aus Banken)

Donneschdes owes huet onsen Presi dunn nach mat engem genialen Interview op der Tele brilleiert, an dunn ass et och schon op d’Visite vum Cargocenter gangen.

Freides ass et dunn wei erwart bei verschidden Leit e bessen mei speit lass gangen, den Freibeier am Choco soll jo anscheinend richteg gudd gewiercht sinn. Besonnesch den Nopeschstand hat do een bei deem et moies na guer net su gudd gangen ass (ech mengen en wäert sech remerkennen wann en dat leiten liest). Sämtlech Leit aus dem Aneils-comite wore natierlech (quasi-)penktlech an och topfit (speitsdens no der 3. Taass Kaffi) .

Den allgemengen Trend vun den Leit dei do woren geet eichter an dei klassësch Richtungen Maschinnebau (Schweierpunkt Robotik, Automobilbau, etc.) an Bauingenieur; d’Krisen bei Airbus schengen anscheinend awer Spueren bei den Leit ze hannerloossen (d’lescht Joer wollt na jiddereen Fliigeren bauen). Leider bleiwt och .festzehalen datt deen nechsten Joërgang och keen Changement vun den Geschlechtsproportiounen brengen wärt, och wann den Philippe sech nach sou drugin huet fir Leit ze iwwerzeegen datt Ingenieur honnert mol besser wier wei Philosophie. vum Tom Laplume

17


bulli

Hierscht 2007

Visite Luxair Cargocenter

Visite Luxair Cargocenter

Den 8. November wor et nees sou wäit fir mat der ANEIL eng Visite ze maan, woubäi et eis des Kéier op den Findel gezunn huet fir den Cargocenter vun der Luxair, deen mat een vun deene gréissten äus Europa ass, ze besichen. Ugefaangen huet daat Ganzt mat enger zenter September 2001 obligatorescher Secherheetskontroll, wouno et dunn eng kleng Intro iwwert de Luxair Cargocenter gouf. Den Luxair Cagocenter, deen d’ailleurs näicht (wéi vill Leit mengen) mat der Cargolux ze dinn huet, gett et elo schon zenter enger gudder 10 Joren, wäerend deenen hien sech zu engem vun deene gréissten Distributiouns-Centeren aus Europa entwéckelt hued. Haut ass hien dee 5. gréissten äus Europa mat enger Joreskapazitéit vun ronn 800000 Tonnen. D’ Elementer di ennert Aanerem fir den enormen Succès vun desem LogistikWonner bäigedroen hunn sinn haaptsächlech Transportbedingt; Sou gouf zum Beispill beim plangen vun dëser Anlaag drop obgepasst, dass se sou no wéi méiglech bei der Autobunn léien géif (an daat mat accès no allen Richtungen), an ausserdem huet Lëtzebuerg wéi gewosst eng zentral Laach an Europa a kann via Camion bannen 24 Stonnen aus allen aaneren europäeschen Länner erreecht ginn. Bemierkt sief hei och nach, datt weltwäit just 2% vum Güterverkéier per Fliiger oofgewëckelt ginn, woubäi de Wertundeel vun den transportéierten Wueren allerdéngs bei ronn 40% läit, an daat ebenfalls weltwäit. Fir di enorm Fracht déi hei daagdeeglëch emgeschloen gëtt meeschter ze ginn, därfen keng Wueren méi laang wéi 8 Stonnen an den Haalen gelagert ginn. Doduerch dass den gesamten Cargocenter eng total Surface vun ongeféier 293000 m^2 huet, ass et méiglech dass 8 Boeing 747 gläichzäitech kennen be- an entlueden ginn, waat äusserdem och fir d’Camionen gëllt, deenen am Ganzen 88 Dock-Statiounen zur Verfügung stinn.

18


bulli

Hierscht 2007

Visite Luxair Cargocenter

Noutwendeg ass dest doduerch, well ee Fliiger deen um Buedem steet fier d’Fluggesellschaften just Käschten verursaacht, an soumatt d’Zäiten di ee bräuch fir ze be- an entlueden sou niddreg wéi méiglech gehaalen solle ginn. Am Normalfall verginn em déi 2 Stonnen fir sou eng ganz Boeing ausan och erem anzeraumen. No dëser klenger Aféierung sinn mer dunn wéider an hier Haalen gaang, wou mer gewise kruuten wéi di eenzel Paletten fir an di verschidden Fliigeren obgeriicht ginn, waat nett emmer sou einfach ass, vu dass een an der Loft mol di eng oder aaner Turbulenz erwëschen kann, an dofier gesuecht muss ginn, dass di eenzel Paletten méiglëchst stabil getesselt sinn. Witzegerweis geschitt des Aarbecht awer vun Hand an ob d’Aamooss, daat heescht et gehéiert schon eng gewëssen Erfahrung zu där relativ banal schéngender Aarbecht. Intressant ze gesinn wor och, dass net ewéi een sech daat vläit geduecht hätt, een bestemmten Typ vun Fracht prédestinéiert wier fier mam Fliiger transportéiert ze ginn, mais villméi dass et hinsichtlech de Wueren déi mam Fliiger

19


bulli

Hierscht 2007

Visite Luxair Cargocenter verschéckt kenne gin sou gudd wi guer keng Aschränkungen gëtt (vun Pampers bis hin zu ganzen Autoen haaten mer baal alles dobannen fonnt). Äus deem Grond verfügt den Cargocenter och iwwer verschidden Réimlechkeeten, fier deenen diversen Ufuederungen un déi verschidden Wueren gerecht ze ginn. Ugefaangen haten mer hei bei den brennbaren a gëftegen Wueren déi an engem speziell féierfestem Räum gelagert mussen ginn, souwéi iwwregens och radioaktiven Materialer, fier déi am Center och een extraen Räum fiergesinn ass. Weider gaang as et dun mat der Visite vun den Déirenreim, mais leider woren des ob deem Daag eidel, sou dass mer weder en Elephant nach eng Giraffe konnte gesinn. Trotzdem huet eisen Guide eis versechert, dass sie hei schon su zimmlech all Déierzort dogehaat hätten, den Trend géiff am Moment awer bei Pärd, déi an déi emiratesch Länner exportéiert ginn, leien. Dono ass et trotz schlechtem Wieder eräus gaangen, wou mier dann och konnten vun no ermol gesinn, wéi esou een Fliiger schlussendlech belueden gett. Witzeg a mackaber gouf et dun, wou mer erem dobannen woren, nämlech kruten mer hei hier Morgue gewisen, wou mer ennert aanerem konnten gewuer ginn dass een (am Fall wou) emmer besser hätt, een an enger Urn ze verschécken, well „Fliigerfracht as wierklech déier...“sou eisen Guide. Nodeems mer dun nach hier ganz Panoplie un normalen Frigoen (déi fier Liewensmëttel asw. geduecht sinn) gewisen kruuten, si mer schliesslëch nach een kuerzen Abstecher bei d’Douane maachen gaangen, wou mer hiiren Räum fier gefälschten Artkilen bewonneren konnten... ween hätt geuecht dass daat der esou vill wieren! Dono ass et awer dun Richtung Sortie gaangen, an mier hun eisem Guide versprach dass mier secher nach eng Kéier mat der ANEIL géiffen zeréck kommen, soumatt hun all dei Léit, di des formidabel Visite verpasst hunn, eng zweet Chance fier et erem gudd ze maan...

vum Max Friob

20


bulli

Hierscht 2007

Invitatioun Generalversammlung

Invitatioun fir d´ANEIL´s Assemblée Générale den 27. Dezember 2007

Salut léiwe Member, Dat hei as d’Invitatioun fir eis Generalversammlung, Donnegdes den 27. Dezember 2007 um 19h00 am Scott’s Pub am Gronn. Mir hun den eischten Stack fir ANEIL reserveiert an gin e Faass Beier un Memberen an Sponsorenvertieder zum Beschten. Dir sidd all häerzlech agelueden den Offschloss vum Joer an Wahl vum neien Comite mat eis zesummen an enger gemittlecher Atmosphäre ze feieren. Brengt dofir am beschten äer Memberskaart mat fir dass mir besser kennen kontroleieren op dir Member sidd.

Programme: 19h00-20h00 : 20h00-22h00 :

Adress :

Assemblée Générale (Wahl vum neien Comite, Rapport vum Joer....) Freibeier fir Memberen an Sponsorenvertrieder

Scott’s Pub 4, Bisserwee L-1238 Luxembourg

Philippe Alzin

21


bulli

Hierscht 2007

L’ANEIL, l’Association des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois adresse ses plus vifs remerciements aux sponsors et entreprises pour leur soutien et leur collaboration durant l’exercice 2007 et souhaite bonnes fêtes de fin d’année et meilleurs vœux pour 2008.

22


PUBLICITÉ ACEL


EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

PUBLICITÉ GOODYEAR (FARWEG)

Bulli 2007_4  
Bulli 2007_4  

ANEIL Bulli 2007_4

Advertisement