Page 1

2 0 0 7

Summer

bulli

bulli bulli

EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG

PORT PAYÉ P/S. 083


IWWERSIICHT 2 / 2007

3 4 6 10 14 18 21

Virwuert Den ANEIL-Comité 2007 Rapport Visite Goodyear Rapport Table Ronde 2007 Rapport Visite Rotarex Invitatioun Visite Astron Buildings Déi mei leschteg Säiten

IMPRESSUM

Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: comite@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren: Tom Laplume, Philippe Alzin, Max Friob, Jean Mahowald

Chefredakter: Marc-Philippe Hengen

Layout: Marc-Philippe Hengen

Drock: Imprimerie Rapidpress D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.


bulli

Summer 2007

VIRWUERT

t r e u Virw Salut Memberen an Frënn vun der ANEIL!

Fir dei eng sin d’Examen lo schon eriwwer an sin an der Vakanz, dei aner schreiwe se eréischt oder si matzen dran. Denen dei nach mussen schaffen kennt dann och zu gudd dass am Moment éischter „Léierwieder“ as. Als nächst Aktiviteit steet Visite vun Astron Buildings den 7 September um Programm. Well dest Joer am September (vum 13 bis den 23) nees IAA zu Frankfurt stattfennt hun mir vun der ANEIL geduecht daat wär eng gudd Gelegenheet fir eng zousätzlech Aktitiviteit dest Joer anzeplangen an eng Rees dohinner ze organiseieren. Wann dir schon emmer emol wollt dohinner fueren dann schleisst iersch einfach un an dann fueren mir all zesummen am Group dohinner, dann brauch dir iersch och net em Organisatioun ze kemmeren. Wei verschiedener vun iersch villeicht schon wessen as ANEIL 1957 gegrennt gin an feiert domatter dest Joer hier 50 Joer. Des emoleg Geleegenheet wellen mir dann och notzen fir grouss mat iersch am November ze feieren. Den Comite as momentan deck mat den Preparatiounen fir dest Fest beschäftegt. Iwer weider Detailer an den kompletten Oflaaf infromeieren mir iersch mat Zeiten.

An deem Sënn wënschen ech Iech vill Spaass beim Liese vum Bulli

Äre Président

Philippe Alzin

3


bulli

Summer 2007

DEN ANEIL-COMITE 2007 Philippe Alzin Président Aachen - Maschinenbau 30, rue Léon Kauffmann L-1853 Luxembourg/Cents Tel: 45 23 67 Rütscherstr. 165/408 D-52072 Aachen Tel: 0049/241/99 66 055 E-mail: philippealzin@yahoo.de

Laplume Tom Vice-Président Lausanne-Génie mécanique 44, rue des Cerises L-6113 Junglinster Tel: 661 789 538 Chemin du Veilloud 16 CH- 1024 Ecublens Tel: 0041/764 635 5155 E-Mail: tom.laplume@epfl.ch

Lepage Marc Secrétaire Aachen - Elektrotechnik

Isabelle Crauser Trésorier Lausanne - Chimie

19, rue Leck L-8390 Nospelt Tel: 621 228 279

43, rue Emile Metz L-2149 Luxembourg Tel: 691 220 584

Auf der Hörn 3 D-52074 Aachen Tel: 0049/241/4128969

Chemin de la Chiésaz,15 CH-1024 Ecublens Tel: 0041/78 91 30 948

E-Mail: marcle1@pt.lu

E-Mail:isabelle.crauser@epfl.ch

Majerus Anne Délégué aux programmes d’échanges Aachen - Physik

Max Friob Délégué aux relations publiques Aachen - Maschinenbau

4, rue Principale L-7475 Schous Tel: 691 820 186

54, rue de Dahlem L-4997 Schouweiler Tel: 37 20 28

Karlsgraben, 5 D-52064 Aachen Tel: 0049/176 22 06 11 22

Rolandstrasse, 40 D-52070 Aachen Tel: 0049/241 44 64 844

E-Mail: anne_majerus @rwth-aachen.de

E-Mail: friob@gmx.net

Tom Scharfe Gestionnaire des fichiers Karlsruhe - Bauingénieur 44, rue de Bertrange L-8216 Mamer Tel: 31 26 01 Kaiserstrasse, 66A D-76133 Karlsruhe Tel: 0049/721 869 59 14 E-Mail: moti@moti.lu

Marc-Philippe Hengen Délégué aux publications Kaiserslautern Elektrotechnik 16, um Bourbierg L-3335 Hellange Tel: 621 169 543 Kurt Schumacher Str, 34 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/176 2631 8306 E-Mail: mphengen@yahoo.de

Jean Mahowald Délégué aux publications München - Physik 30, rue des Prés L-4941 Bascharage Tel: 661 613614 Emmanuelstr. 11 D-80796 München Tel: 0049/176/24041758 E-Mail: mahowaldj@gmx.de

4


PUBLICITÉ IEE (NOIR/BLANC)


bulli

Summer 2007

Rapport Goodyear

Rapport iwert d’Visite bei GOODYEAR

Traditionell op Karfréideg, firun eiser Table Ronde hun mer och dest Joer eng Visite gemeet. Dei desjähreg Destinatioun war Goodyear SA op Colmar-Bierg. Empfangen sin mer ganz härzlechst vum Herr Bruck, deen eis dun eng kleng Présentatioun iwwert d’Wierk Goodyear en gros, an iwwer Wierk zu Colmar-Bierg gemeet huet, wou en eis folgend Informatiounen gin huet:

6


bulli

Summer 2007

Rapport Goodyear

Goodyear SA zielt elo als drett gréissten privaten Employeur zu Lëtzebuerg, mat ongeféier 3.600 Beschäftegter. Des Fabrik as eng vun den gréissten vun der ganzer Goodyear Gamme ausserhalb vun den USA. Hei befennt sech hieren Tire Plant (Pneu’en fir Camion’en, Baggeren, etc), an dernierwent stellen se och nach Niewenprodukter zu den Wire and Mold Plants hier dei och an anneren Deeler vun Europa hiergetallt gin.

Net nemmen fabrizéiert an produzéiert Goodyear zu Lëtzebuerg, mee zu Colmar-Bierg befennt sech och den CTGL (Research and Development centre Luxembourg) Dest as den gréissten ausserhalb den USA. Hei schaffen ongeféier 90 Ingénieuren an Naturwessenschaftler fir nei Produkter z’entwéckelen. Des Wessenschaftler kommen aus 25 verschidden Natiounen. Natiirlech kann een héi och Stagen maan, an interessant Joboffren fannen. Hei gellt wéi bei den meeschten Firmen, dass se net nemmen Chimie’s Ingenieueren, mee och Léit aus anneren Beräicher huelen an sichen. Zum Research Center gehéiert och d’Test-Pist, déi een vun der Autobunn aus kann gesin. Hei wollt bestemmt schon deen enn oder anneren vun eis drop fueren goen an och eventuell séng Pneu’en testen. Allerdengs get héi net nemmen fir Auto’s, mee och fir Camions, Traktor, oder anner Vehicle´s Pneu’en getest. Also oppassen, net erféieren wann der eng Kéier een grousse gielen Bagger op der Pist gesidd, deen quesch an quitschent duerch Kéieren geet.

7


bulli

Summer 2007

Rapport Goodyear

No deem Virtrag sin mer dun och d’Fabrik selwer kucken gaangen, wou mer déi laang Marche vun dem importéierten Gummi bis zum färdeg Pneu konnten studéieren. Héi war ze bewonneren dass nach ganz vill mechanesch ofleeft, an net alles schon op méi modern Maschinen emgestallt gouf. Et huet och net laang op sech warde geloos bis d’Fro opkoum as, wiesou een Pneu’en net an enger annerer Farw kéint kaafen. Mir kruten dun als Äntwert dass et natiirlech technesch méiglech wier een gielen, oder bloen Pneu hierzestellen, mee et awer net méiglech wier deen um Marché ze verkaafen, resp. den Client léiwer den traditionellen schwarzen Pneu wéilt. Schued awer och!

8


bulli

Summer 2007

Rapport Goodyear

Zum Schluss well ech awer nach matdeelen, dass’en mer drop opmierksam gemeet goufen, dass’en hier Jobofferen op monster.lu ze fannen sin. Wann der weider Informatiounen iwwert Goodyear wellt, dann gidd einfach hieren globalen Site kucken op www.goodyear.com

vum Jean Mahowald

9


bulli

Summer 2007

Rapport Table Ronde

Rapport Table Ronde 2007

Karfreiden de 6. Abrëll wor et alt rem souweit: d’Table Ronde as rëm do. No der Visite bei Goodyear sin mer op den Kiirchbierg an d’Chambre de Commerce gefuer, wou d’Table Ronde dëst Joër wor. Kuerz no halwer 3 huet onsen Presi dun mat der Begréissung ugefang an dun d’Wuert un den Här Dr. rer.nat. Wolfgang Bücken vun der Firma Paul Wurth Umwelttechnik GmbH. Hien huet ons en ganz interessanten Viirtrag iwwert den IPCC-Rapport gehalen (IPCC: Intergovernemental Panel on Climate Change). Hei kruten mer en Ableck iwwert desen Rapport, an d’Méiglechkeeten fier den Klimachangement sou kleng wéi méiglech ze halen (notamment Reduktion vum CO2 –Ausstouss, geologesch CO2-Lagerung,…). Et wor erschreckend ze héiren wéi frappant d’Erhéigung vum CO2 Gehalt an der Atmosphär ass, an den Afloss dovunner op d’Klima.

10


bulli

Summer 2007

Rapport Table Ronde

Duerno ass et dun mat den Présentatiounen vun den Entreprisen lassgangen. Hei haten ons Memberen d’Méiglechkeet méi iwwert hier potenziell zukünfteg Employeuren rauszefannen.

No den Presentatiounen an der Usprooch vum Här Jäger, Président vun der ALI, wou en d’Concept vun der Table Ronde confirméiert huet an eis encouragéiert huet op desem Wee weider ze fueren, goung et dun zum wichtegsten Deel vun der Table Ronde: dem Apéro. Nee, den Sënn vum Apéro ass net, wéi dat fier en Studenteverein am allgemengen ugeholl get, d’Drenken, mee en méiglechst konvivialen Kontakt tëscht den Leit hierzestellen, an sou d’Méiglechkeet ze bidden fier deen aneren en bessi mei perséinlech kennen ze léieren an spezifesch Froën beäntwert ze kréien.

11


bulli

Summer 2007

Rapport Table Ronde

Fier d’Zuelefanatiker ënnert ierch: et woren 10 Firmen an 34 Ingenieurs-studenten do an et woren 70 Brochuren “4 b Contact” gedrockt gin. Fier oofzeschléissen wollt ech nach der Fedil merci soën, déi ons eng grouss Hëllef bei der Organisatioun wor an den Patt spendéiert huet, der Chambre de Commerce fier dee flotten Cader, an selbstverständlech och den Entreprisen an Memberen dei present woren. P.S.: D’Table Ronde as net nëmmen fier déi Leit déi eng Aarbecht sichen, mee och fier déi déi en Stage sichen oder einfach nemmen wellen e bessi Kontakt zu Entreprisen kreien, also avis aux amateurs fier dei nächst Table Ronde (Karfreiden, den 21. März).

vum Tom Laplume

12


PUBLICITÉ EDITPRESSE (NOIR/BLANC)


bulli

Summer 2007

Rapport Rotarex

Rapport Visite Rotarex Group

Den 18. Mee haaten mier eis Memberen ob d’Visite vun der Rotarex Group invitéiert. Wéi dier vläit schon wësst ass dest eng Entreprise, déi am Joer 1922 vun engem Lëtzebuerger gegrennt gouf ann sech iwwert d’Joeren erfollegräich och um internationalen Maart behaapten konnt.

Ugefaangen hat alles wéigesoot 1922, wou een gewessenen Här August Theodor SCHMITZ d’Firma Ceodeux S.A. zu Lintgen gegrennt haat fier, wéi den Numm et schon seet, CO2 hiérzestellen. Well een awer an där Zäit nach su munch Problemer mam Stockage vum CO2 hat, huet et dun och net laang gedauert bis d’Ingénieuren zu Lintgen sech un d’Aarbecht fier Ventiller z’erfannen gemaach hun. Doduech koum dass si 1926 dun déi éischt woren, déi Ventiller fier industriell Gazer an Feierläscher ob den Maart bruecht hun; en Produit mat deem si nach haut weltwäit vir bäi sinn.

Well spéider d’Konkurrenz aus dem Ausland och net méi ze vernoléissegen war, ann well een ausserdem och net nemmen wollt den Europäeschen Maart beliwweren, huet d’Firma Ceodeux missten iwwert d’Grenzen vun Lëtzebuerg ewech wuessen... Haut schaffen ongefeier 1300 Leit fir d’Rotarex (Ceodeux S.A. gouf 1989 an Rotarex embenannt), enner anerem an Asien, der USA an an Europa. Mais lo mol genuch vun der Geschicht...

14


bulli

Summer 2007

Rapport Rotarex

D’Visite huet an enger lokerer Atmosphär ugefang, wou mer iwwert di verschiden Aktivitéiten vun der Entreprise ennerriicht goufen. Sou kruuten mer mol een graffen Ablëck, wou een am Alldag iwwerhaapt ob hier Produkter stéisst.

Eng relativ nei Uwendung fannt der zum Beispill am Automobillbau, wou een zenter ee puer Joer beméit ass d’Autoen mat Erdgas ze bedreiwen. Dofiir huet d’Rotarex missen Ventiller, Diffusoren etc. entwerfen, déi den Secherheetsnormen aus deem Beräich entspriechen; eng Aufgab di net su einfach ass, wann een sech um Bild ennendrenner mol ukukkt wéivill vun deenen Baudeeler een an esou engem Auto fennt.

15


bulli

Summer 2007

Rapport Rotarex

Natiirlech as d’Rotarex och nach an aaneren Domainer täteg, sou wei zum Beispill

Feierläscher an Secherheetsequippementer

Apparaturen fier Frigoen mat Ammoniak

Drock-Réglagen fier industriell Zwecker

16


bulli

Summer 2007

Rapport Rotarex

Ann nach sellechen aaner Gebitter... Wei der iech kennt viirstellen, huet een an all eenzelnem Beräich mat diversen Problemer ze kämpfen (bei medezinneschen Apparaturen mat der Hygiène, an der Industrie mat der Korrosioun etc.), sou dass des Firma een ganzen Koup Forschungslaboen huet (ennert aanerem zu Lëtzebuerg), wou si eng ganz Rei Tester mat hieren Produiten maan. Weidergaang ass et dunn mat enger Féierung duerch hier Produktiounshaalen, wou mer gewisen kruuten wéi den Wee vum Réimaterial bis zum fäerdegen Produkt ass.

Den Beabechtungsprozess huet een heibäi allerdengs net sou gudd konnten gesinn, well hier Deeler nämlech all ob (wei am Bild duergestallt) CNCMaschinnen gefärdegt ginn. Doduerch dass hier Produiten zum gréissten Deel Secherheetsrelevant Baudeeler sinn, versteet et sech vu selwer dass des dann och eenzel enger Qualitéitsprüfung ennerzunn gin

Nodeems mer dunn aus dem Produktiounsberäich erem eraus woren, konnten mer nach all eis Froen di mer haaten beäntwert kréien. Oofschléissend zu deser Visite kann ech behaapten dass den Inhalt souwéi d’Art a Weis, wéi si eis daat eriwwer bruecht hun wierklech vill vill mei intressant wor wei su munch een sech daat geduecht hätt. Natiirlech, hier Produiten kléngen banal an deenen meeschten Leit kennt et och esou vir wéi wann een éischt Skizzen vun Ventiller an Düsen misst am aalen Testament fannen; trotzdem war et dem Personal vun Rotarex ganz gudd gelongen eisen Memberen déi op deser Visite derbäi woren ze weisen dass et sech am Kär bei desen Baudeeler nach emmer em High-Tech Produiten handelt.

vum Max Friob

17


bulli

Summer 2007

Invitation Visite Astron Buildings

Invitation Visite Astron Buildings

Leiw Memberen, vu dass Astron Buildings S.A. een laangjähregen Sponsor vun der Aneil ass, mier awer nach nie d’Geleegenheet haaten si besichen ze goen, invitéieren ech iech elo allegueten härzlechst vir mat un desem Event deel ze huelen. Wéi der op den Fotoen erkennen kennt handelt et sech bei deser Firma em een Haalenproduzent deen weltwäit vertrueden ass, awer och zu Lëtzebuerg produzéiert. Falls dier drun intresséiert sidd ze gesinn wéi een sou Haalen hierstellt, an mat waat fir Erausfuederungen een an deem Domaine ze kämpfen huet, sidd der härzlechs agelueden un deser Visite Deel ze huelen.

Datum : Freides , den 07/09/07 Treffpunkt ass (normalerweis) um 9:30 Moies ennert folgender Adress: ASTRON BUILDINGS S.A. P.O. Box 152 L-9202 Diekirch, Luxembourg (Dier fannt och een plan d’accès ennendrenner)

18


bulli

Summer 2007

Invitation Visite Astron Buildings

Den Ooflaaf vun deser Visite hun ech mer ongeféier wéi folgend virgestalt: 9:30

Rendez-vous

9:45 - 10:45

Firmenpräsentatioun

11:00 - 12:00

Visite vun der Produktioun

12:00 - 13:30

Vir oofzeschléissen gett et dan nach een klengen Snack mat Gedrenks, wou een dann och daat eent oder daat aanert Wuert mat den Hären äus dem Management kann wiesselen...

Wann der nach Froen hutt oder iech wellt umellen, dan kennt der mer gären eng Mail op friob@gmx.net schecken, oder dier rufft mer op den +352661241283 un. (well et awer nach een Stéckchen bis dohinner ass, wärt ech och nach eng keier eng mail enn August eräusginn,och falls nach irgendwelch Programmännerungen sollten erfollegen)

vum Max Friob

19


bulli

Summer 2007

D’ANEIL am Internet

www.aneil.lu Déi méi leschteg Säiten Im Uni-Camp Die Universität ist wie ein Dschungel: Man muss die ungeschriebenen Gesetze und Regeln kennen, dann geht man nicht verloren. Hier einige der wichtigsten:

Für Erstsemester Wenn du Leute an der Uni kennen lernst, versuche schnell herauszufinden, ob sie Wochenendheimfahrer sind. Wenn ja, entferne dich unter einem unauffälligen Vorwand. Sie sind die langweiligsten Menschen. Was dir aber erst nach drei Monaten auffällt, weil du vorher jedes Wochenende erfolglos mit ihren Anrufbeantwortern oder ihren Mitbewohnern gesprochen hast. Finde heraus, ob deine Mensa-Köche die rote oder die weiße Soße besser können. Wähle danach die Gerichte aus. Mache ungewöhnliche Sportarten. Denn nur an der Uni kann man einfach mal Rhönrad fahren, Ultimate Frisbee spielen oder testen, ob nicht doch Eisstockschießen der eigenen Persönlichkeit am besten entspricht. Feiere Partys in deiner Wohnung. Nur jetzt ist die Zeit, in der du nicht als Erstes an den Ärger danach denkst, wenn betrunkene Gäste sich beim Fallen am Duschvorhang festhalten, auf dem Sofa Tsatsiki verteilen oder an der Deckenlampe durch das Wohnzimmer schwingen.

20


bulli

Summer 2007

Déi méi leschteg Säiten

Finde heraus, wer in deinem Semester ein Auto hat und wer etwas von Computern versteht. Freunde dich mit beiden an. Wenn du selbst ein Auto hast: Hüte dich vor all den Schleimern, die sich in den ersten Semesterwochen mit dir anfreunden wollen, damit du sie zu weit außerhalb gefeierten Partys fährst oder bei Regen vom Seminar nach Hause. Schließe zu Beginn des Studiums ein Geschäft mit einem Kommilitonen ab. Für jede Kopie, die er während seines Studiums macht und wirklich benutzt, bekommt er einen Euro, für die überflüssigen bekommst du jeweils zehn Cent. Du wirst bald aufs Bafög verzichten können.

Für Fortgeschrittene Erweitere deinen sexuellen Horizont. Du solltest also mindestens eine kurze und stürmische Affäre mit einer/m älteren Frau/Mann erleben, dich einmal auf ein gleichgeschlechtliches Techtelmechtel einlassen, mit jemandem schlafen, dessen Namen du nicht kennst und Sex an folgenden Orten haben: in der Bibliothek des Theologischen Instituts, im leeren Audimax, in der Küche einer fremden WG, im Nachtbus auf der Rückbank. Fahre ein Semester lang auf unkonventionellem Wege in die Uni. Dazu zählen: Wakeboard, Golfcart, BMX-Rad, Skateboard, Panzer, der Maserati des stadtbekannten Dealers, Hochrad oder eine große durchsichtige Kugel, in die du hineinkletterst und in der du dich rollen lässt. Auf keinen Fall: Liegerad, Inlineskates und Tretroller.

Gründe eine Band, mit der du nie probst, die aber durch geschickt gestreute Gerüchte so viel Wirbel erzeugt, dass sie für ein großes Uni-Fest gebucht wird. Nachdem ihr die Gage vorab kassiert habt, stellt ihr euch in Nonnentracht und Matrosenuniformen auf die Bühne, lasst in brachialer Lautstärke “Fight the Power” von Public Enemy laufen, während ihr abwechselnd eine Kissenschlacht veranstaltet und auf Metallrohren und Stahlplatten herumhämmert. Im Hintergrund laufen Super-8-Aufnahmen von euren Kindergeburtstagen. Bleibt dabei todernst, und nennt es Kunst. Verlangt für jeden neuen Auftritt doppelt so viel Geld wie für den vorigen. Praktiziere den ultimativen Extremsport „Ich lasse das Rückmeldedatum jedes Semester verstreichen und versuche dennoch, nicht exmatrikuliert zu werden“. Mit Adrenalingarantie! Baue eine Stanzmaschine, mit der man Zwei-Euro-Münzen-Imitationen pressen kann. Setze dich damit vor die Schließfächer in der Bibliothek und verkaufe sie für ein Euro das Stück an kleingeldlose Kommilitonen kurz vor dem Nervenzusammenbruch. Trage eine ausgefallene Frisur. Zu deinem fünfzigsten Geburtstag wird sie dir, deinen Kindern und den Freunden als Beweis dienen: Du warst nicht schon immer so angepasst und spießig.

21


bulli

Summer 2007

Déi méi leschteg Säiten

Mache abwegige Praktika. Wann kannst du sonst dein Faible für Vulkanforschung, Perückenknüpfen oder Feuerwerksinszenierung ausleben oder entdecken? Wenn du etwas von Computern verstehst: Bemühe dich um eine Stelle im CIP-Pool deines Instituts. Alle werden dich hassen oder zumindest verachten - aber sie werden auch von dir abhängig sein. Professoren werden dich für statistische Auswertungen brauchen, da sie die alles entscheidende Software ohne dich nicht einmal starten können. Und Kommilitonen werden dir für die Wiederherstellung ihrer gelöschten Hausarbeit zwei Stunden vor Abgabe ein Jahr lang den Abwasch machen - wenn du es geschickt anstellst, kannst du ihnen vielleicht sogar ihr Auto abschwatzen.

Für Profi-Studenten ab dem 12. Semester Drehe den Film „Super - Depress - me“. Gehe dazu für eine Woche in den so genannten Freihandapparat im atombombensicheren Keller der Zentralbibliothek, schaue dir Kataloge auf Mikrofiche an und versuche, seltene Bücher per Fernleihe zu bestellen. Mache in den Lernpausen der Bibliothek kurzweilige Spiele. Beispielsweise: Wer schafft es am schnellsten und mit möglichst wenig Kopien, seinen kompletten Körper auf dem Fotokopierer abzulichten? Lies bei einem beliebigen Referat in einem soziologischen Hauptseminar die ganze Zeit aus einem „Fix und Foxi“-Comic vor und versuche herauszufinden, ob sich jemand wundert. Erzähle auf Partys interessanten Männern mit einem billigen französischen Akzent, du seiest Erasmusstudentin aus Paris. Flüstere interessanten Frauen zu, sie sähen aus wie eine Erasmusstudentin aus Paris.

Tritt in irgendeine Studentenpartei ein, gebe dir einen geheimnisvollen Namen und kandidiere für das Studentenparlament. Denn kein Student versteht etwas von Hochschulpolitik, aber alle wählen jemanden, der „Simon Art Goldblum“ oder „Ruth Maria Bois de Bologne“ heißt. Melde dich bei „Wetten dass...“ mit der Behauptung, du könntest allein am Quietschgeräusch des PVC-Bodens erkennen, in welchem Fachbereich er verlegt ist.

Quelle: Uni-Spiegel

22


PUBLICITÉ ASTRON BUILDINGS (EN COULEUR)


EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

PUBLICITÉ PAUL WURTH (EN COULEUR)

Bulli 2007_3  
Bulli 2007_3  

ANEIL Bulli 2007_3