Page 1

2 0 0 4

Freijoer

bulli

bulli bulli

EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG

PORT PAYÉ P/S. 083


IWWERSIICHT 1 / 2004

3 4 6 7 8 12 14 16 18 22

Virwuert Den ANEIL-Comité 2004 Generalversammlung vun der ANEIL ANEIL-Schoulaktioun Stroumversuergung zu Lëtzebuerg Réseaux d’atomes Mat engem Solar Fliiger ronderem d’Erd Mirabella V ... wenn der Deich bricht Déi méi lëschteg Säit

IMPRESSUM

Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: comite@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren: Jean-Luc-Arend, Brian Burg, Philippe Osch

Chefredakter: Olivier Jeitz

Layout: Olivier Jeitz

Drock: Imprimerie Rapidpress D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.


bulli

Freijoer 2004

VIRWUERT

t r e u Virw Salut léiwe Lieser vum Bulli D’Fréijoer huet ugefangen an domatt hues Du den éischten Bulli vum Joer an der Hand. D’Joer as elo schon e puer Méint amgangen, an domatt och en neien Comité aktiv. Ob der leschter AG am Dezember goufen 7 nei Leit an den Comité gewielt, ween dat as kann’s de ob der nächster Säit noliesen. Ech well vun der Gelenheet profitéieren fir denen aalen Comitésmemberen, Pierre, François, Bob, Mike, David, Françoise an dem Georges, fir hier Aarbescht déi se fir d’ANEIL geleescht hun Merci ze soen. Den Comité vun dessem Joër as och héich motivéiert an probéiert säin Bescht ze maachen fir erem vill flott Aktivitéiten unzebidden. Ausserdem wärten déi vill nei Léit och néi Ideen matbrengen déi mer wärten probéieren ze realiséieren. E groussen Projet wou mer wellen lancéieren as d’Erneierung vun eiser Homepage. Haut wou vill vun den Informatiounen aus dem Internet kommen, as et och fir e Veräin wichteg emmer eng aktuell an flott Internetsäit ze hun. Wann et souwäit as dann wärten mir Iech desst matdeelen, mee bis dohin as nach emmer eis bekannten Homepage aktuell. Zenter der AG haaten mir zwou erfollegréich Schoulaktiounen zu Woltz an zu Esch wou mir probéiert hun den Schüler den Ingénieursstudium an Beruff méi no ze brengen. Détailer heizou fannd dir an dessem Bulli. Als lescht well ech nach ob eis nächst Aktivitéiten obmirksam maachen, ob eis éischt Visite den 26. März bei d’Ceratizit zu Mamer an eis Table Ronde den 9. Abrëll ob der Uni Lëtzebuerg (Campus Kirchbierg). Profitéiert vun der flotter Gelenheet fir mat villen Firmen vun Lëtzebuerg an Kontakt ze kommen. Elo bleiwt mir just nach vill Spass beim Liesen vum Bulli ze wenschen. Bis demnächst. Äre Präsident Guy Lux

3


bulli

Freijoer 2004

DEN ANEIL-COMITE 2004

Guy Lux Président Aachen - Maschinenbau

Philippe Osch Vice-Président Zürich - Maschinenbau

33, am Bruch L-8062 Bertrange Tel: 31 98 53

14, rue du Chemin de Fer L-8378 Kleinbettingen Tel: 091 64 43 02

Theaterplatz 1a D-50062 Aachen Tel: 0049/241/40 90 804

Bülachstr. 3c CH-8057 Zürich Tel: 0041/1/313 16 03

E-Mail: guylux@web.de

E-Mail: philippe.osch@student.ethz.ch

Joseph Stumper Secrétaire Lausanne - Maschinenbau 1, Buchholzerwee L-5740 Filsdorf Tel: 23 66 82 91

13, rue J-B Neuens L-7553 Mersch Tel: 021 29 89 63

Chemin des triaudes 18050 CH-1024 Ecublens, Lausanne Tel: 0041/21/69 37 151

Obstgartenstr. 36 CH-80506 Zürich Tel: 0041/76/337 90 01

E-Mail: jean-joseph.stumper@epfl.ch

E-Mail: vgondoin@student.ethz.ch

Jean-Luc Arend Délégué aux programmes d’échanges Lausanne - Elektrotechnik

4

Véronique Gondoin Caissier Zürich - Maschinenbau

Philippe Alzin Délégué aux relations publiques Aachen - Maschinenbau

24, rue Edmond Klein L-9251 Diekirch Tel: 80 93 61

30, rue Léon Kauffmann L-1853 Luxembourg/Cents Tel: 45 23 67

27c, route de Charavanes CH-1007 Lausanne Tel : 0041/21/624 84 59

Rütscherstr. 165/408 D-52072 Aachen Tel: 0049/241/99 66 055

E-Mail: jean-luc.arend@epfl.ch

E-Mail: philippealzin@yahoo.de

Dany Heusbourg Gestionnaire des fichiers Aachen - Elektrotechnik

Olivier Jeitz Délégué aux publications Kaiserslautern - Bauingenieur

8, rue de Bascharage L-4910 Hautcharage Tel: 50 13 43

10, rue Joffroy L-4992 Sanem Tel: 59 10 19

Adalbertsteinweg 181 D-52066 Aachen Tel: 0049/241/90 10 600

Kurt-Schumacher-Str. 14 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/631/311 59 07

E-Mail: Dany.Heusbourg@ post.rwth-aachen.de

E-Mail: jeitz@rhrk.uni-kl.de


PUBLICITÉ PAUL WURTH


bulli

Freijoer 2004

Generalversammlung (28. Dezember 2003)

Generalversammlung vun der ANEIL Den 28. Dezember 2003 gouf die alljährlech Generalversammlung vun der ANEIL an der Stad oofgehaal. De President vun 2003, Pierre Mahowald, huet d’Leit begréisst, an dem Comité fir déi gutt Aarbecht merci gesot. Weider Mercien sinn un d’Entreprisen gaang déi mat hirem Sponsoring d’Aarbecht vun der ANEIL méiglech gemaach hunn. Als nächste Punkt stung den Aktivitéitsrapport um Ordre du jour. De Sekretär Bob Greiveldinger huet kuurz virgestallt wat dann 2003 sou bei der ANEIL als Haaptaktivitéiten gelaaf ass. Do waren als éischten Punkt d’ Industrievisiten bei der Goodyear zu Colmar-Bierg, SIDEN (Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord), SEO (Société Electrique de l’Our), der TGV-Zentrale (Turbine à Gaz- Vapeur) zu Esch- Uelzecht, PRIMOREC S.A. an bei SES Global zu Betzdorf. Ausserdem sinn mer den Tunnel Gousselerbierg, en Deel vun der Nordstroos, kucke gaang. E weidere wichtege Punkt am ANEIL- Joer war déi traditionell Table Ronde, Treffen tëschent Industrie an Student. Dest Joer fënnt des interessant Aktivitéit iwwrigens um Site vun der Uni Letzebuerg statt. Déi international Rees ass op Prag gaang. Wéi all Joer haat d’ANEIL och 2003 verschidden Publikatiounen erausginn: de Bulli, an och den „Let’s Engineer“ Editioun 2003/2004, als Informatiounsbroschür fir d’Schüler déi sech fir d’Ingenieursstudien interesséieren. Engem weideren Uleies vun der Aneil ass och 2003 probeiert ginn Rechnung ze droen: der Schülerinformatioun. D’ANEIL war matt engem Stand op der „Foire des Etudes et des Formations“ um Kirchbierg vertrueden. Desweideren war d’ANEIL bei der Schülerinformatioun vun der ACEL an der Spuerkees derbäi an stung interesséierten Schüler Ried an Äntwert. Am Uschloss gouf den Rapport vum Caissier présentéiert, fir gutt geheescht, wouropshin den Comité 2003 d’Décharge krut. Den nächste Punkt war d’Wahl vun engem neie Comité fir den Exercice 2004. D’Zesummensetzung huet sech sou erginn wéi der et hei op denen éischte Säiten am Bulli liesen kënnt. Den neie Comité hofft dass dir him genau sou vill Vertrauen entgéintbrengt wéi dem Comité 2003. D’Generalversammlung gouf mat engem gemittlechen Iessen oofgeschloss. Vum Philippe Osch

6


bulli

Freijoer 2004

ANEIL-Schoulaktioun (14. Februar 2004)

ANEIL-Schoulaktioun Den 14. Februar ass d’ANEIL, op Invitatioun vum Lycée du Nord Wiltz an der ACEL op der Journée d’information pour étudiants zu Wolz gewiescht. Déi ronn 150 Schüler an Schülerinnen vun de Klassen 12e/13e an 2e/1ère, sou wéi d’Vertrieder vun dene verschiddenen Assocoiatiounen goufen vum Direkter Jo Trojan am Konferenzsall vum LNW begréisst. An senger Ried huet den Direkter ënnerstrach wéi wichteg de richtege Choix vun den Studien, souwéi eng gutt Informatioun ass. Uschléissend huet d’ACEL d’Studienmodalitéiten an dene verschiddene Länner firgestallt. Dëss Firstellung war relativ ausféierlech, wann och verschidden Informatiounen net ganz richteg riwwer koumen. Do misst d’ACEL vläit nach, an Rëcksprooch mat Studenten aus dene betraffene Länner, en puer Korrekturen firhuelen. Als Nächst goufen dunn d’Schüler an d’Schülerinnen, entspriechend hiren Interessen, op verschidde Säll opgedeelt. D’Ingenieursstudenten haaten och een eegene Sall, deen mat 15 Leit een vun deenen meeschtbesichtenen war. Do sinn mir dunn, am oppenen Dialog op den Schüler hir Froen agaang. Als Oofschloss ass et ee klenge Patt ginn, offréiert vum LNW. Heibäi huet den Direkter nachengker vun der Gelegenheet profitéiert fir all dene Fräiwëllegen fir hir Informatiounsaarbecht merci ze soen. An mengen Aan war dess Veranstaltung en Erfolleg. D’Schüler hunn vill Froen gestallt, an haten deelweis schon ganz konkret Virstellungen, woubäi se hei nach wieder op verschidden Detailler a punkto Umellung op der Uni, Bourse... opmierksam gemat gi sinn. Ech hun och selwer d’Erfahrung gemach, dass et vill Informatioun brauch, iir en eng genau Iddi huet waat en lo well maachen, an dobäi sinn sou Informatiounsdeeg e wichtegt Element. Vum Philippe Osch

7


bulli

Freijoer 2004

Stroumversuergung zu Lëtzebuerg

Stroumversuergung zu Lëtzebuerg I.

Aleedung

D’Ziel vun dësem Artikel ass et e klengen Ableck an d’Elektresch-, respektiv d’Stroumversuergung zu Lëtzebuerg ze gin. Et sief awer am viraus drop higewisen, dass all genannten Zuelen mat Firsiicht ze genéissen sin, obwuel probéiert gin ass, alles mat Quellen ze beleen. II.

Iwwerbleck iwwert d’Elektresch zu Lëtzebuerg

De Gesamtbedarf un Energie zu Lëtzebuerg gëtt aus Kuel, Uelech, Erdgas a Stroum zesummegestallt. Am folgenden wärten mer awer just op d’Elektresch agoen waat ongeféier 13%[2] vun dëser verbrauchter Gesamtenergie duerstellt. Am Joer 2002 huet daat ca. 6TWh[2] (6000GWh) entsprach. Dësen Undeel ass am Schnett zwar manner wéi a verglaichbar industrialiséierte Länner (ca. 1/4), awer gréisstendeels op eisen iwwerduechschnëttlechen Uelechverbrauch zereckzeféieren (et sief nëmmen un de ville Benzin erënnert deen bei eis verkaaf gëtt). Wéi komme mer iwwerhapt un dëse Stroum? Natirlech gëtt Stroum an Turbinen hiergestallt. Mee d’Fro hei ass éischter wou dës Génératiounsanlaagen stin. Do wär als éischt d’Egeproduktioun zu Lëtzebuerg genannt, déi ongeféier d’Halschend[3] vum Gesamtelektreschbedarf oofdeckt. Dës ass folgenderweis opgedeelt: - D’TGV (Turbine à Gaz-Vapeur) Anlaag zu Esch-Uelzelcht produzéiert en Undeel vun knapp iwwer 70%[3] vun eiser Egeproduktioun. - D’Pompe-Spaicher-Wierk zu Veianen huet en Undeel vun »25%[3]. - An de Rescht (»5%[3]) gëtt durch aner méi kleng Anlaagen hiergestallt. Daat sin d’Wasserturbinen vun de Schléisen an der Musel an am Stauséi, d’Wandmillen déi am Éisléck stin, Solarquellen, Biomassverbrennung a verschidden méi kleng Co-Génératiounsanlaagen an der Industrie (Diesel oder Erdgas Générateren déi Stroum an Hëtzt produzéieren; et sief beispillhaft d’Goodyear an d’Dupont genannt). Net alles awer waat zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt, gëtt och zu Lëtzebuerg verbraucht, mee dozou spéider méi. De Rescht vum néidegen Elektresch (déi aner Halschend[3]) gëtt aus Daitschland importéiert[3]. Schematesch durgestallt gesait daat folgendermoosen aus: 100% Elektresch

50% Egeproduktioun

50% Import

8

70% TGV-Anlaag zu Esch 25% Pompe-Spaicher Wierk zu Veianen 5% Divers 100% Daitschland


bulli

Freijoer 2004

Stroumversuergung zu Lëtzebuerg

Wou geet daat Ganzt hin? Et kann een de Stroumverbrauch an drai Kategorien andeelen: - D’Industrie à »60%[1] vum Gesamtverbrauch - D’privat Haushalter à »20%[1] vum Gesamtverbrauch - Den öffentlechen Dengscht an aner Verbraucher à »20%[1] vum Gesamtverbrauch. An dëser Tabell gesait een d’Entwecklung vun de leschte Joer’en beim Stroumverbrauch (erausgin vun der Internationaler Engerie Agentur[1]).

III.

Elektreschverdeelung zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gin et 2 elektresch Netzer, d’CEGEDEL an d’SOTEL, déi fir d’Verdeelung zoustänneg sin. D’SOTEL ass e speziellt Netz, waat vun der demoleger Arbed an d’Liewen geruff gin ass, fir hier egen Anlaagen mat Elektresch ze versuergen. Dëst Netz ass un daat Belscht Netz ugeschloss an transportéiert ongeféier 30%[2] vum elektresch Bedarf zu Lëtzebuerg. Do kann een dann och erausliesen wéifill Stroum déi heiteg Arcelor zu Lëtzebuerg verbraucht. D’CEGEDEL, déi daat anert Netz bedreiwt (waat un Daitschland ugeschloss ass), transportéiert de ganze Rescht Elektresch (»70%[2]) a beliwwert all déi aner Verbraucher mat Stroum.

9


bulli

Freijoer 2004

Stroumversuergung zu Lëtzebuerg

IV.

Curisoitéiten an der lëtzebuergescher Elektreschversuergung

Op den éischten Bléck gesait daat heiten ganz schéin aus, mee et gin e puer intressant Détailer um lëtzebuerger Stroum-Marché déi et verdengt hun erwähnt ze gin. -

Déi zwee Verdeelungs-Netzer zu Lëtzebuerg (CEGEDEL an SOTEL) sin aus technesche Grenn net mateneen verbonnen.[1] Firwaat ass daat hei sou intressant? Ma aus folgendem Grond: Zu Esch-Uelzecht gëtt et jo wéi schon erwähnt eng Gaz-Damp-Turbine déi Elektresch hierstellt. Kontraktlech ass festgehaalen, dass 1/3 vun dësem Stroum direkt un d’Arcelor geet, 1/3 un d’CEGEDEL an de leschten Drettel un d’Belge (well et sech em eng Belge Bedreiwer-Firma handelt). Dës Anlaag ass awer un d’SOTEL Netz ugeschloss, sou dass daat Elektresch waat d’CEGEDEL zegutt huet, den Transit durch d’Belge an Daitschland maachen muss (iwwert d’Ardennen) fir erem op Lëtebuerg ze kommen.[1]

-

Den Deel Elektresch, deen d’Arcelor vun der Anlaag zu Esch bezitt, geet awer just duer fir ongeféier 1/3 vun hierem Elektreschverbrauch ze decken. Dofir muss si erem 2/3 vun hierem Bedarf aus der Belge importéieren. [3] Den opmierksamen Lieser wärt lo awer schon festgestallt hun, dass ongeféier dës Quantitéit vun Elektresch an d’Belge exportéiert gin ass. Ons Handelsbilanz am Elektresch geet also mat der Belge Null vu Null op[3].

-

Weider kann een nach bemierken, dass et an der Gaz-Damp Anlaag zu Esch-Uelzecht nach ëmmer keen Fernwärme-Netz gëtt, woumatt een d’Oofwärmt weiderverwärten kéint. Momentan gëtt déi nach ëmmer an d’Atmosphäre geloos a reduzéiert domat drastesch de Wirkungsgrad vun der Anlaag.

-

D’Pompespaicher-Wierk zu Veianen ass guer net un d’Lëtzebuerger Stroumnetz ugebonnen. Hei gëtt just bellegen (Nuecht-) Stroum benotzt fir Wasser eropzepompelen deen dann als deieren (Spëtzestonnen-) Stroum erem un Daitschland kann verkaaf gin, wann d’Wasser erem eroof fléisst. Direkt huet Lëtzebuerg also naischt un dësem Elektresch-Wierk, ausser dass mer um Stroumpraiss kënnen Gewenner erzielen an eng Méilechkeet hun, fir Stroum ze spaicheren. [1]

-

Als leschte Punkt sierf nach erwähnt, dass obwuel mer e schéint Atomkraftwierk am Gart stoen hun, et keng direkt Stroumleitung teschend Lëtzebuerg a Frankraich gëtt. [1]

V.

Konklusiounen

Wann een sech e beschen mam Stroum-Marché zu Lëtzebuerg auserneen setzt, stellt ee fest, dass mer ouni d’Hellef vun eise Noperen eis Stroumversuergung net oprechterhaalen kéinten. Mee an Ubetruecht vun engem vereenegten Europa stellt daat kee gréissere Problem duer. Intressant wärt et awer an Zukunft gin, wann d’Liberaliséierung vum Stroummarché bis a Kraft trëtt an ee sai Stroum vu quasi egalwou bezéien kann. Natirlech ass daat reelt Bild vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg awer e gutt Steck méi komplex wéi hei duergestallt. Mee déi grouss Zig vun dësem Mart sollten un Hand vun dësem Artikel schon richteg duergestallt sin.

10


bulli

Freijoer 2004

Stroumversuergung zu Lëtzebuerg

VI.

Quellen

Folgend Quellen sin fir dësen Artikel benotzt gin: [1] International Engery Agency, Energy Policies of IEA Countries (Luxembourg 2002), www.iea.org [2] Cegedel, Rapport Annuel 2002, www.cegedel.lu [3] Service de l’Energie de l’Etat, Statistiques d’énergie électricité 2002, www.see.lu

Vum Brian Burg

11


bulli

Freijoer 2004

Réseaux d’atomes

Des super réseaux d’atomes pour doper nos ordinateurs de demain? Parvenir à l’auto-organisation des atomes en super réseau pour exploiter leurs propriétés individuelles, c’est chose possible aujourd’hui grâce à la découverte des scientifiques de l’Institut de physique des nanostructures de l’EPFL. Au cours de leurs travaux, Wolf-Dieter Schneider et son équipe sont parvenus, pour la première fois, à créer et à visualiser un super réseau d’atomes sur une surface. Publiée dans la revue de référence « Physical Review Letters », cette avancée en recherche fondamentale pourrait un jour conduire à augmenter considérablement le stockage de l’information sur nos disques durs. Wolf-Dieter Schneider, quel était l’objectif de votre expérience ? Pour résumer en quelques mots, disons que notre but visait - en arrangeant des atomes de façon ordonnée, distants de quelques nanomètres - à créer un super réseau étendu sur une surface de quelques mm2. En plus de son intérêt pour la compréhension des systèmes bidimensionnels, cette expérience nous permettra de mieux exploiter les propriétés individuelles des atomes. Qu’entendez-vous précisément par « super réseau » ? Un super réseau sur une surface se définit toujours par rapport à un autre réseau. Dans le cas qui nous occupe, ce super réseau représente une structure périodique d’atomes dans laquelle la distance entre ces objets est un multiple de la distance entre les atomes du réseau de la surface sousjacente qui eux, en revanche, sont «collés» les uns aux autres. Avec notre équipe, nous sommes parvenus, pour la première fois, à créer un super réseau d’atomes dans lequel les éléments sont équidistants de quelques nanomètres seulement. Pour tisser ce super réseau, nous avons utilisé des atomes de cérium, évaporés en chauffant une petite boule de cérium métallique. Comme substrat, nous avons choisi un cristal d’argent à la surface duquel se trouve un gaz bidimensionnel d’électrons. En présence d’un atome à la surface, ces électrons sont diffusés et forment des ondes circulaires autour de lui. En raison de la très faible liaison entre l’argent et le cérium, les atomes «glissent» sur la surface et se positionnent sur les crêtes des ondes circulaires les plus proches. Ce mécanisme est à la base de l’auto-organisation du super réseau d’atomes de cérium, phénomène très intéressant du point de vue de la recherche fondamentale que nous avons pu observer par microscopie à effet tunnel.

12


bulli

Freijoer 2004

Réseaux d’atomes

Dans quels domaines les super réseaux d’atomes pourraient-ils trouver des débouchés ? Précisons d’emblée que les manipulations se sont déroulées dans des conditions extrêmes, à très basse température et dans un vide très poussé, afin de ne pas contaminer l’échantillon. Durant toute l’expérience, la température ne dépassait pas les 4 Kelvins (-269° C). Ainsi, avant de pouvoir envisager une application future, il s’agirait de trouver la manière de reproduire l’expérience dans des conditions de pression atmosphérique et de température propres à notre vie quotidienne. Ceci dit, les super réseaux d’atomes pourraient éventuellement connaître un futur intéressant dans le secteur du stockage de l’information. Sur les disques durs actuels, un bit est constitué de millions d’atomes formant un domaine magnétique. Un bit à un seul atome représenterait l’étape ultime de la miniaturisation et apporterait un important gain de place. Grâce à la distance nanométrique entre les atomes, beaucoup plus petite dans notre super réseau que dans les systèmes actuels, on pourrait en outre multiplier par mille la quantité d’information stockée par cm2, ce qui permettrait de stocker 10 Terabits par cm2 (1013 bits). Cependant, pour atteindre pareille miniaturisation, il serait indispensable de mettre au point une nouvelle technique de lecture et d’écriture de l’information sur un tel disque, ce qui représente bien évidemment un défi technologique d’importance. «Physical Review Letters»: Creation of an atomic superlattice by immersing metallic adatoms in a two-dimensional electron sea: Fabien Silly, Marina Pivetta, Markus Ternes, François Patthey, Jonathan P. Pelz, Wolf-Dieter Schneider, volume 92, page 016101, (2004).

Weider Informatiounen enner: http://ipn.epfl.ch

13


bulli

Freijoer 2004

Mat engem Solar Fliiger rondrem d’Erd

Mat engem Solar Fliiger rondrem d’Erd Wien erënnert sech net un dem Bertrand Piccard sengem Tour vun der Erd mat engem Ballon ouni Escale ? Am März 1999 haat hien dësen Exploit no dräi feelgeschloenen Versich, als éischten Mensch mam Brian Jones zesummen am Breitling Orbiter 3 geschafft. Den neien Projet vum Bertrand Piccard: Dem Piccard säin neien Projet schengt nach méi amitiéis ze sin. 100 Jaar nom éischten Flug mat engem Fliiger vun den Gebridder Wright, well den Piccard och Fliigergeschicht schreiwen. Hien well nämlech d’Erd mat engem Fliiger ouni Teschenlandung emronnen. Do dernierft soll den Fliiger ouni Brennstoff un Bord, mee nemmen mat erneierbaren Energien (Wand an Sonn) an der Luucht bleiwen ouni schädlech Emissiounen auszescheeden. Dem Piccard seng Objektiver sin awer net nemmen Fliigergeschicht ze schreiwen, mee hien erhofft sech daat d’Leit emdenken fiir d’énergetesch an ökologesch Zukunft vun der Erd ze secheren. Den Projet huet Enn 2003 ugefaang. Während 2004-2005 soll den Design an d’Kons-truktioun vum éischten Prototyp erfollegen. Ufank 2006 soll dann déi éischt Testflig stattfannen. 2007 soll een zweeten Prototyp färdeg gin an 2009 iwwer puer Deeg an der Luucht bleiwen. Ier den éischten Prototyp awer an d’Luucht kann goen, bleiwen nach vill Probleemer ze léisen. D’Struktur vum ganzen Fliiger wert révolutionnär gin, mat enger enormer Fligelspannwäit fiir haaptsächlech genuch Sonnenenergie opzefänken. Des Energie muss stockéiert gin während dem Daag, fiir genuch Energie während der Nuecht ze hunn fiir an der Luucht ze bleiwen. Déi ganz Aussenhaut vum Fliiger wert aus Solarzellen bestoen. Ausserdem muss den Fliiger iwwer puer Deeg an der Luucht bleiwen ouni brauchen teschenzelanden. Fiir des Probleemer ze léisen, wert nach vill Forschung an deenen veschiddensten Beréischer néideg sin, wéi Aerodynamik, Materialien, Energieproduktioun an –stockage, Elektromotoren, Informatik,… Den Chef de Projet ass den André Borschberg, Ingénieur an Pilot. Den Brian Jones soll och des Kéier nees als Projektleader vun der Partie sin. Do dernierft ass d’EPF Lausanne wessenschaftlechen Partner vum Projet, déi och schons um Erfolleg vum Breitling Orbiter 3 an der Alinghi, déi den America’s Cup lescht Jaar gewonnen huet, bedeelegt war.

14


bulli

Freijoer 2004

Mat engem Solar Fliiger rondrem d’Erd

Den Bertrand Piccard féiert d’Traditioun vun der Famill Piccard fort: An der Famill Piccard huet d’Wessenschaft an d’Forschung nach emmer eng grouss Roll gespillt. Sie huet mat extravaganten Ideen an Erfindungen op sech opmierksam gemaach huet. Dem Bertrand Piccard säin Grousspapp, Auguste (1884-1962), Kolleeg vum Marie Curie an Albert Einstein, war Professor op der Universitéit Zürich, duerno zu Bréissel, huet verschidden Erfindungen an Rekorder an der Fliigerei, am Tauchen an an aneren Beréicher gemaach an opgestallt. Doofiir ass et och net verwonnerlech, dass den Hergé sech un him inspiriéiert huet an huet hien am Professeur Tournesol am Tinitin duergestallt. Säin Papp, Jacques, huet d’Aarbechten vum Auguste fortgesaat an och Rekorder am Tauchen opgestallt. Den Bertrand féiert also d’Traditioun vun der Famill mat sengen neien Ideen an Rekorder fort. · http://www.epfl.ch · http://images-solar-impulse.epfl.ch · http://www.solar-impulse.com · http://www.bertrandpiccard.com

Vum Jean-Luc Arend

15


bulli

Freijoer 2004

Mirabella V

Mirabella V, die größte Segelyacht der Welt Als ein guter Freund kürzlich mit der Geschwindigkeit seiner neuen Motoryacht prahlte, konnterte Joe Vittoria mit einer Wette: Von Monaco nach Cannes, Motor- gegen Segelboot, Pferdestärken gegen Widkraft. Nur eine Bendingung stellte der Amerikaner: Es müssen Gäste an Bord sein. „Seine Motoryacht wird bei hohem Tempo so hart auf die Wellen schlagen, dass sich die Gäste übergeben“, prophezeit Vittoria. „Er wird zurückschallten müssen – und wir werden so ruhig an ihm vorbeiziehen dass wir mit einer Tasse Kaffee in der Hand an der Rehling stehen können.“ Die Segelyacht, die dem turbinengetriebenen Gegnern die Grenzen aufzeigen soll, wurde Ende November 2003 in Southampton / England zum ersten mal zu Wasser gelassen. Die “MIRABELLA V” , geschätzte 100 Millionen Dollar teuer, strotzt nur so von Superlativen: Der neuseeländische Yacht-Designer Ron Holland und die südenglische Werft Vosper Thornycroft entwarfen für den amerikanischen Multimillionär Joe Vittoria ein Schiff, das größer, höher und komfortabler ist als alles, was bisher existierte. “Ich wollte eine Segelyacht, die schneller als 20 Knoten fährt, hoch am Wind segeln kann und den Gästen den Luxus bietet, den sie von zu Hause gewohnt sind” erläutert Vittoria. Mit einer Gesamtlaenge von 75 Metern und einer Breite von knapp unter 15 Metern wird das neue Spielzeug des Ex-Chefs der Autovermietung AVIS der mit Abstand größte Einmaster der Welt sein - 27 Meter länger als der bisherige Rekordhalter, die in Neuseeland gebaute Slup “Georgia”. Noch deutlicher wird der Unterschied beim Gewicht: Die Mirabella V wird fertig aufgeriggt, also unter voller Besegelung, um die 740 Tonnen wiegen, die Georgia bringt es nicht einmal auf die Hälfte. Fast alle Teile des HightechKolosses mussten völlig neu entwickelt werden. Mannshohe, bis zu 1,2 Tonnen schwere Elektrowinschen sollen bis zu 4538 Quadratmeter Segelfläche in Schach halten, eine Hydraulik den 150-Tonnen Kiel sechs Meter in den Rumpf hineinziehen und so für hafengerechten Tiefgang sorgen.

16


bulli

Freijoer 2004

Mirabella V

Einige Häfen wird die “MIRABELLA V” jedoch niemals anlaufen können: Mit fast 90 Meter Masthöhe haben weder die Erbauer des Panamakanals noch die Konstrukteure der Brücken in San Francisco oder New York gerechnet. Die technischen Risiken der Gigantomanie sind enorm. Allein auf dem Mast lasten bis zu 450 Tonnen - soviel wie acht “Leopard 2” Panzer. Was passiert, wenn das Kohlefaser-Teil unter der Belastung bricht, mag sich niemand vorstellen. Stephan Semmerling, Yacht-Consultant mit langjähriger Erfahrung, hält das Projekt denn auch für unkalkulierbar: „Keiner weiß, welche Kräfte in dieser Höhe auf das Segel wirken. Das ist technischer und optischer Größenwahn.“ Den Konstrukteur Ron Holland lässt die Kritik kalt: „Wir haben das beste Team, die modernste Technik und die erfahrendsten Zulieferer. Es wird klappen.“ Das sollte es auch: Reißt eine der mit bis zu 38 Tonnen belasteten Schoten, würde das zurückschlagende Seil einen Menschen ohne weiteres durchtrennen. „Ron Holland ist ein mutiger Mann“, bemerkte Semmerling dazu. Füt Vittoria ist die größe auch Mittel zum Zweck: „Der Schlüssel im Chartergeschäft ist , dass die Frisuren der Damen adrett und trocken bleiben. Das erreichst du nur, wenn die Deckenhöhe stimmt und du ein überdachtes Beiboot hast.“ Das befindet sich in einer Garage im Heck des Schiffes; ein Kran hebt den neun Meter langen Tender ins Wasser. Allzu große Angst vor frisurschädigendem Wetter muss auf der „Mirabella V“ indes niemand haben: Im europäischen Winter wird sie in der Karibik unterwegs sein, im Sommer im Mittelmeer. Für 250.000 Dollar Chartergebühr pro Woche gibt es dann auch allerlei Spielzeug für das Kind im betuchten Mann: Zwei Jet-Ski, vier “Laser”-Jollen, zwei Schlauchboote mit Aussenborder, Kajaks, Tauchausrüstungen und sogar zwei ferngesteuerte Mini-Marabellas im Maßstab 1:50. Weniger wassersportbegeisterte Gäste kämpfen derweil in der Sauna oder im Freiluftkino gegen die luxuriöse Langeweile. Auf dem Skydeck kann eine Leinwand hochgezogen werden, der Sound kommt aus kabellosen Kopfhörern. Die weniger wohlhabenden Millionäre können sich immerhin mit einem Kunstdruck der “MIRABELLA V” trösten. Der wird ebenfalls von Ron Holland vertrieben und ist, in limitierter Auflage, schon für € 1.600 zu haben. Quelle: Spiegel Nr.49/2003 und www.mirabella-yachts.com

17


bulli

Freijoer 2004

...wenn der Deich bricht

... wenn der Deich bricht Frank Kemper besuchte den Lehrstuhl und das Institut für Wasserbau und Wasserwirtschaft. In der Versuchshalle (Kreuzherrenstrafle) erforscht das Institut anhand von maßstabsgetreuen Simulationsmodellen die Konsequenzen von Deichbrüchen. Gerade in solchen Versuchshallen erlebt man Forschung hautnah. <Ke> Die Notwendigkeit dieser Untersuchungen erkannte man im Zuge von Überlegungen zum Versagensrisiko von Hochwasser-schutzwänden. Die Gefahren sollten an dem RWTH-Institut untersucht werden. Zur Erhaltung des Stadtbildes kommen in einigen bebauten Uferbereichen der Stadt Köln bei Vorhersage eines Hochwassers mobile Schutzwände zum Einsatz. Die Verwendung solcher mobilen Schutzeinrichtungen ist allerdings nicht ganz unproblematisch. Zum einen besteht eine Standsicherheitsgefährdung aufgrund mangelnder Erfahrung der am Aufbau beteiligten Helfer und zum anderen herrscht in der Aufbauphase naturgemäß ein recht hoher Zeitdruck. Desweiteren ist es schon vorgekommen, dass Passanten Sicherungs- und Verankerungsbolzen gelöst haben. Um die akute Gefährdung beim Versagen einer solchen Schutzwand zu untersuchen, mußten im Versuchslabor für Wasserbau und Wasserwirtschaft zunächst experimentelle Untersuchungen durchgeführt werden. In allen bisherigen Untersuchungen wurden die Folgen von (Stau-) Dammbrüchen betrachtet, die Erkenntnisse hieraus sind jedoch nur bedingt auf das Versagen von Deichen übertragbar, wie die nebenstehende Abbildung verdeutlicht. Die neuartigen Untersuchungen wurden erforderlich, da die Stromrichtung und somit die resultierende Ausströmrichtung am Deich anders verläuft, als beim Damm. Weiterhin sind die Parameter Beschleunigungshöhe, Ausbreitungsgeschwindigkeit, sowie das Verhältnis Zufluss /Abfluss nicht vergleichbar. Es handelte sich somit um die ersten Untersuchungen eines Deichmodells. Aufgrund der eben erläuterten Randbedingungen wurde ein Modell entwickelt, das den natürlichen Gegebenheiten sehr nahe kommt. Das Modell besteht aus einer Wasserrinne, durch die im Anfangszustand große Mengen Wasser abfließen. Diese Rinne simuliert den fließenden Strom. Im Untersuchungszustand wird eine parallel zur Stromrichtung befindliche Wand schlagartig geöffnet: Der Deich bricht. Erst nach dem Kippen des integrierten Wandelements läuft auch Wasser über die Ablauffläche. Es sind nun folgende Größen für die Analyse des Vorganges von Interesse: Die Wellenausbreitung, die Geschwindigkeitsverteilung in der Ablaufwelle und die Strömungskräfte.

18


bulli

Freijoer 2004

...wenn der Deich bricht

Zur Erfassung der auftretenden Geschwindigkeiten in der durch die Wandöffnung abfließenden Wassermenge (hieraus lassen sich dann in Verbindung mit der Wasserspiegelhöhe die auftretenden Kräfte berechnen) gibt es unterschiedliche Methoden. Ein sehr anschauliches Verfahren ist die Geschwindigkeitsauswertung mittels Hochgeschwindigkeitskamera. Diese Kamera filmt mit einer Bildwiederholfrequenz bis zu 4500 Einzelbildern pro Sekunde die ausfließende Wassermenge. Anschließend kann dann bei der Auswertung die relative Lageänderung pro Viertausendstel-Sekunde (oder eines Vielfachen hiervon) und damit die momentane Geschwindigkeit der Wellenfront ermittelt werden. Um auch die Strömungsgeschwindigkeiten innerhalb der abflieflenden Wassermenge erfassen zu können, muss man sich kom-plexerer Verfahren bedienen. Zu nennen wäre hier beispielsweise das Verfahren der Laser-Doppler-Velocimetry (LDV). Diese Messtechnik ist im Vergleich zu anderen Messtechniken noch relativ jung und besitzt entscheidende Vorteile gegenüber den konventionellen Methoden. Der größte Vorteil der LDV besteht in der berührungslosen Messung der Fließgeschwindigkeiten ohne Störung der Strömungen. Die konventionellen Verfahren zur Messung von Flussgeschwindigkeiten sind nicht berührungslos (Prandtl-Sonden, Messstreifen, Messflügel, etc.), hierdurch wird die Strömung verändert und somit werden die Untersuchungsergebnisse eventuell verfälscht. Beim LDV wird ein Laserstrahl an einem sich im Fluid bewegenden Partikel gestreut und anschließend von einer Empfangsoptik aufgefangen. Die Auswertung liefert dann die Flussgeschwindigkeit mit einer Genauigkeit von ca. 1,5% zum Messwert. Wie bereits erwähnt, wird aus den ermitttelten Geschwindigkeiten und Wassertiefen die wirkende Kraft errechnet. Weiterhin wurde bei den Untersuchungen in Köln das nötige Gewicht errechnet, das ein Körper der Flutwelle entgegen setzen muss, um seine Lage nicht zu verändern. Bei dem beschriebenen Projekt der mobilen Hochwasserschutzwände wurden diese Informationen zur Bestimmung von Evakuierungszeiten und -räumen verwendet. Heute sind die Hochwasserschutzwände der Stadt, anders als früher, nicht mehr zugänglich für Passanten und die Evakuierungsräume werden polizeilich überwacht. Momentan werden weitergehende Untersuchungen am Institut durchgeführt, es sollen nunmehr allgemeinere Aussagen zur Deichbruchproblematik formuliert werden. Aus diesem Grund wird zur Zeit an einem neuen Versuchsstand gebaut. Hier soll die austretende Wasserströmung dreidimensional untersucht werden. Dieser neue Versuchsstand wird noch dieses Jahr in Betrieb genommen. Wie so häufig in der experimentellen Forschung sollen auch diese Untersuchungen der Entwicklung, bzw. Überprüfung von numerischen Modellen zur Untersuchung von Versagensfällen bei Hochwasserdeichen dienen.

19


bulli

Freijoer 2004

...wenn der Deich bricht

Wenn man die Mühe und Sorgfalt betrachtet, die am Institut für Wasserbau für die Versuchsdurchführungen verwandt wird, kann man sich leicht vorstellen, dass es für die Zukunft nicht sinnvoll und wirtschaftlich ist, jede Variante am wirklichkeitsnahen Modell zu untersuchen. Numerische Methoden sind hier einfach kostengünstiger. Wenn also jemand ganz genau wisssen möchte, was passiert wenn der Deich bricht - an der Fakultät für Bauingenieurwesen wird auch in diesem Bereich Pionierarbeit geleistet.

Quelle: Maulwurf - Ausgabe 2/2001 (RWTH-Aachen)

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.lu 20


bulli

Freijoer 2004

Table Ronde 2004

D’ANEIL INVITÉIERT DECH OP HIER TRADITIONELL

DÉI DE

OP DER

„TABLE RONDE“ FREIDEG DEN 9. ABRËLL 2004

UM

15H00

UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG, FACULTÉ DES SCIENCES, DE LA TECHNOLOGIE ET DE LA COMMUNICATION 6, RUE COUDENHOVE- KALERGI L-1359 LUXEMBOURG/KIRCHBERG AS.

Den Zweck vun der Table Ronde as ët, éischt Kontakter zwëschen de Studenten an hieren potentiellen Employeuren z´erméiglechen an as domatt besonnësch interessant fir déi Leit déi geschwënn matt hire Studien färdeg ginn. En plus fënns de hei och Informatiounen aus éischter Hand iwwër Stagen a gesichten Spezialisatiounen an Trender aus der Industrie. De Programm vun der Table Ronde 2004 as (Ufank 15h00): -

Begréissung vum Monsieur Guy Lux, President vun der ANEIL Begréissung vum Prof. Dr. Massimo Malvetti, Doyen vun der Faculté des Sciences, de la Technologie et de la Communictation op der Université du Luxembourg Begréissung vum Monsieur François Jaeger, President vun der ALI Virtrag vum Monsieur Georges Schummer, ingénieur dipl., iwwert den Projet BB (Bus Bunn) an iwwert den aktuellen Stand vun desem Projet. Presentatioun vun de Responsabelen vun den Entreprisen an Administratiounen Ufank vun der Table Ronde a Réceptioun offréiert vun der ANEIL.

Och dëst Joër gi mir zou dëser Gelegenheet d’Brochure „4 â contact“ eraus, déi op der Table Ronde verdeelt gëtt, an an där d´Entreprisen, déi Ingénieuren astellen, mat hiren Rekruteirungsmethoden viergestallt ginn. D´ANEIL seet Merci fir Däin Interessi.

21


bulli

Freijoer 2004

Déi méi lëschteg Säit Unterhalten sich ein Mediziner, ein Ingenieur und ein Informatiker, wer wohl zuerst auf der Welt war. Mediziner: Also das war ja wohl ein Mediziner. Denn schon in der Bibel steht, Gott schuf Eva aus der Rippe von Adam. Das ist eindeutig ein chirurgischer Eingriff. Ingenieur: In der Bibel steht aber, am Anfang war das Chaos. Und man braucht einen Ingenieur, um das in den Griff zu kriegen. Daher muss ein Ingenieur der Erste gewesen sein. Da lehnt sich der Informatiker zurück: Und wer, meint Ihr, hat das Chaos erzeugt ???

Experimentalphysiker, Theoretischer Physiker und Mathematiker diskutieren, ob es besser ist, eine Frau oder nur eine Freundin zu haben. Der Experimentalphysiker: „Freundin, weil da kann man verschiedene durchprobieren.“ Der Theoretische Physiker: „Frau, wegen der Sicherheit.“ Der Mathematiker: „Ich bin für beides. Wenn ich nicht bei meiner Frau bin, denkt sie, ich wäre bei der Freundin, bei meiner Freundin ist es umgekehrt, und so kann ich ungestört in die Bibliothek.“

22


EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

PUBLICITÉ ARCELOR

Bulli 2004_1  
Bulli 2004_1  

Aneil Bulli 2004_1