Page 1

2 0 0 3

Summer

bulli

bulli bulli

EDITEUR RESPONSABLE: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 LUXEMBOURG Imprimerie Rapidpress

LUXEMBOURG

PORT PAYÉ P/S. 083


IWWERSIICHT 2 / 2003

3 4 6 8 10 12 14 18 20 22 26

Virwuert Den ANEIL-Comité 2002 Visite bei Goodyear Visite bei SIDEN Flughafen Düsseldorf Schoulaktioun Viste bei SEO Table Ronde Space Towers Déi lescht Rees vun der Concorde Déi mei leschteg Sait

IMPRESSUM

Responsablen Editeur: Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) 4, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 fax.: +352 45 09 32 Internet Homepage: http://www.aneil.lu E-Mail: comite@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Dë Bulli kënnt 4 Mol d’Joer eraus, an huet eng Oplaag vun 500 Exemplären.

Redakteren: Mike Dusseldorf, Bob Greiveldinger, Olivier Jeitz, Pierre Mahowald, Françoise Quintus

Chefredakter: Olivier Jeitz

Layout: Olivier Jeitz

Drock: Imprimerie Rapidpress D’Reproduktioun vun den Artikelen as grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugin gëtt. D’ANEIL as awer nët verantwortlëch fir de Gebrauch deen domatt kéint gemaat gin. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. Un eis Abonnenten: de Bulli gëtt eraus gin vun Studenten, déi hier ANEIL’s Charge nierwt hieren eigentlëchen Studien erfëllen. Wéinst Zäitmangel as ët dann och nët méiglech eng perfekt Zeitung ze veröffentlechen.

Dëse Bulli as op recycléiertem an 100% chlorfräi gebleechtem Pabeier gedréckt gin.


bulli

Summer 2003

VIRWUERT

t r e u Virw Salut léiwe Lieser fum Bulli Pünktlech éwei all Joer brengt d´Aneil d´Summer Edition fum Bulli fiir d’grouss Vakanz eraus. An des Kéier mat Berichter iwwert d´Table Ronde, déi Karfreideg um Cours Universitaire mat groussem Succes statt fonnt huet, iwwert Goodyear´s Visit wou mir schlussendlech awer nach en Datum fonnt hun, an iwwert Visiten bei der SEO an SIDEN. Do dernierft fenns du nach en kriteschen Bericht iwwer Thema „Schoulaktionen“ wou d´Aneil och dest Joer erem versicht den Schüler an Lycée classique an Lycée technique den Ingénieursberuf méi no ze brengen. Dofir waert d´Aneil an der grousser Vakanz probéieren en Projet fiir eng Schoulaktion op Been ze stellen. Weider waerten mir och erem die eng oder aaner interessant Visit an den Summerméint organiséieren. Et bléift mir elo nach just deenen, déi d´Examen schons geschriwwen an bestaanen hun, eng schéin Vakanz ze wenschen; deenen aaneren fill Spaas beim Léieren an fill Gléck an den Klausuren.

Äre Präsident Pierre Mahowald

3


bulli

Summer 2003

DEN ANEIL-COMITE 2003

Pierre Mahowald Président

François Theis Vice-Président

28, rue de Luxembourg L-8360 Goetzingen Tel: 30 92 59

4, rue de la Liberté L-8020 Strassen Tel: 31 63 93

Hirschgraben. 25 D-50062 Aachen Tel: 0049/241/99 66 053

Haldenbachstr. 2 CH-8006 Zürich Tel: 0041/1/25 28 960

E-Mail: pmaho@pt.lu

E-Mail: ftheis@student.ethz.ch

Bob Greiveldinger Secrétaire 9, rue de Dippach L-8055 Bertrange Tel: 31 26 84

85, rue de Welscheid L-9090 Warken Tel: 81 92 18

Chemin des triaudes 9420 CH-1024 Ecublens, Lausanne Tel: 0041/21/69 37 470

Haldenbachstr. 21 CH-8006 Zürich Tel:0041/1/2627827

E-Mail: bob.greiveldinger@epfl.ch

E-Mail: midussel@freesurf.ch

David Heyman Délégué aux programmes d’échanges 23, am Wangert L-6931 Mensdorf Tel: 77 05 29 Gonville & Caius College, Trinity Street, Cambridge CB2 1TA Tel : 0044/0/7890 77 17 57 E-Mail: dpch2@cam.ac.uk

Georges Ihry Gestionnaire des fichiers

4

Mike Dusseldorf Trésorier

Françoise Quintus Délégué aux relations publiques 13, rue Adolphe Reding L-5874 Hesperange Tel: 36 90 81 29, avenue de la Faculté B-5030 Gembloux Tel: 0032/81 61 46 94 E-Mail: frutz13@yahoo.com

Olivier Jeitz Délégué aux publications

3, rue des Ligures L-1935 Luxembourg Tel: 25 17 05

10, rue Joffroy L-4992 Sanem Tel: 59 10 19

10, an der Schanz D-52064 Aachen Tel: 0049/241/70 19 868

Kurt-Schumacher-Str. 14 D-67663 Kaiserslautern Tel: 0049/631/311 59 07

E-Mail: ihryf@pt.lu

E-Mail: jeitz@rhrk.uni-kl.de


PUBLICITÉ ARCELOR


bulli

Summer 2003

Visite bei der Goodyear (30. Mee 2003)

Een kuerzen Reckbleck op d’Visite bei der Goodyear Freides den 30. Mee woor et endlech souwait… Nodeems mer et nitt méi ronn bruecht hunn fir Karfreideg eis traditionell Visit bei der Goodyear ze organiseieren, konnten mer des dunn nohuelen. Fiir d’éischt e kuerzen Mot de bienvenue vum Direkter vum GTC*L, dem Jean Bergh, fiir eis de Standuert Letzebuerg ze presentéieren : Am Technical Center Letzebuerg schaffen eng ganz Crew un Ingenieuren, Dr. Ingenieuren an aanert Fachpersonal un der Entwecklung an der Weiderentwecklung vun den Pneuen. Just fir sech emol virun Aan ze haalen, dass een Pneu nitt nemmen daat Steck Gummi ass, waat um Auto drun ass, mee usech een ganz komplexen Deel vun engem Auto ; deen eenzegen Kontakt tescht dem Auto an der Strooss (am Normalzoustand ;-) ) ass den Pneu. Daat heescht, bei all Bewegung dei den Auto ausfeieren soll, sief et Beschleunegen, Bremsen oder Lenken gett op den Pneu eng Kraft ausgeübt. An bei all desen Bewegungen soll den Pneu den Auto op der Strooss haalen, am Naassen, am Schnei oder am Drëchnen. Dest ginn Ufuederungen un een Baudeel, wou sech verschidden Effekter deelweis am Geigensaatz stinn, an vue dass een nitt fir all Wieder een annere Pneu op den Auto monteieren kann, gelt et hei een Optimum an der Gummimëschung, dem Profil, oder och der Struktur vum Pneu ze fannen. Duerno goufen dei 20 Participant’en mamm Bus op den Rouscht gefouert, dest fir eng Visite vun den Testlaboren vum TVET. Hei gett enner aanerem ennersicht, wei den Pneu zesummen mamm Auto harmoneiert. All Auto huet schliesslech eng anner Ophängung, een anneren Chassis ; fir awer een maximalen Fuercomfort ze geneissen, ass et wichteg dass Vibratiounen an Kameidi deen vum Pneu ausgeet wäitesgehend gedämpft gett. Duerfir ginn et och do verschidden Standradtester dei gemeet ginn, fir hei genee Detailler iwwer d’Verhaalen vum Pneu ze kreien. Enner annerem huet d’Goodyear hei een NoiseLab, een extrem schallgedämpften Raum wou keng Geräicher vun baussen iwwerdro ginn, an och all Geräich vun bannen greisstendeels absorbeiert gett, sou dass een kann den Geräichpegel vun engem Pneu moossen, an dest op verschidden Stroossenbeleg. Duerfir gett den Auto och op een 3 Meter grousst Rad gesaat, waat matt verschidden Stroossebeleg beschicht ass. Wann d’Rad ugedriwwen gett ass et meiglech genee “Sound-Analysen” ze maachen. Weider impressionnant woor nach den mobilen Test-truck, matt deem et meiglech ass een agespaanten Pneu op d’Strooss roofzepressen an deen dann während enger Fahrt mamm Truck ze testen, an verschiddenen Situatiounen. Souguer eng eegen Benetzungsanlaag huet den Camion, sou dass d’Stroossen bei Bedarf kennen naass gemeet ginn, fiir sou d’Verhaalen vum Pneu op naasser Stroos ze testen. Selbstverständlech ass deen Camion matt der neideger Infratruktur ausgestatt fir live Daaten oofzeruffen an ze analyseieren. Weider goung et nom Labo matt enger Fahrt iwwer d’Testpist an enger Visite vun der ‘Glasplate’. Dest ass eng Ariichtung, wou eng Photo gemeet gett wann den Pneu iwwer des Glasplack fiirt. Matt verschiddenen Techniken kann een sou gesinn, wei den Pneu op der Strooss läit, d’Verformung an d’Oberfläch vum Pneu bei verschiddenen Vitessen analyseieren. Interessant woor ze gesinn dass bei 120 km/h wiirklech vill Profil vum Pneu den Buedemkontakt verluer huet… waat natiirlech dei allfälleg Gefooren matt sech brengt.

6


bulli

Summer 2003

Visite bei der Goodyear (30. Mee 2003)

No der Visite vun der Testpiste an der obligater Photo kruuten mer dunn nach eng kleng Stärkung éier mer weider gaangen sinn an den Lab B : Dëst ass och een Testlabo, allerdengs ouni Auto mee matt Walzen, geint dei den Pneu gepresst gett an dei dann den Pneu undreiwen. Hei kann dann zum Beispill een Test d’endurance gefuer ginn, d’Laascht um Pneu kann hydraulesch geännert ginn … Dëst erlaabt zimmlech genau Analysen um Pneu, op länger Dauer, mee ‚machine controlled’, an eventuell an surrealen Bedingungen, dh dass den Pneu op mei Laascht gefuer gett wei een Camion kann droen. Interessant woor een Test matt engem Pneu op héigen Vitessen : Matt engem Stroboscope kann een den Pneu sou virtuell stoen loossen an et gesäit een an wei engen Beräicher den Pneu stabil ass, respektiv wou Defekter kommen. Insbesonders bei mei héighen Vitessen, an deem Beräich wou den Pneu am Fong nitt mei gefuer gett (ech mengen domatter iwwer 300 Stonnekilometer….) fänkt dei ganz Struktur vum Pneu un dermoossen beusprocht ze ginn dass sech Plaazeweis Bloosen bilden. Den Gummi verdréit dei héigh Kräften bei desen Geschwindegkeeten nitt méi, d’Drootstruktur ennert dem Gummi fänkt och un sech ennert deem enormen Drock ze verformen… Duerfir dauert et och nitt laang bis den Pneu an deem Beräich dann och tatsächlech platzt. Als leschten Highlight kruuten mer dann daat allerneiesten Prunkstëck vun der Goodyear gewisen : Matt hierem Computertomograph kennen sie mëttels Röntgenstrahlen direkt an d’Struktur vun engem Pneu rakucken, dest selbstverständlech enner Belaaschtung. Sou kann een online evalueieren wei eng beräicher Stärkten, an wei eng Schwächten hunn. Matt engem konkreten Bild vun den Verformungen, dest insbesonders vun den verschiddenen Schichten, di de Pneu zesummen haalen, kritt een ee vill mi konkret Bild, wou een muss d’Carcasse verstärken an wou dei verschiddenen Couchen mussen besser uneneen ugepasst ginn. Nodeems mer dunn all weider keng Froen mei haaten, sinn mer vum Herr Bergh an senger Crew verabschied ginn. Ech well der Goodyear’s-Direktioun, insbesonders der Mme Leverd, op deser Plaaz nach eemol Merci soen dass mer hunn dierfen een Blëck hannert d’Kulissen geheien. Vum Mike Dusseldorf

7


bulli

Summer 2003

Visite bei SIDEN (25. Juli 2003)

D’Visite bei SIDEN En Freideg den 25. Juli stoung d’Visite vun SIDEN an d’Haus. SIDEN steet fir Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord an huet sain Siège op der Bleesbréck hannert Dikkrëch. Den Direkter, den Jean-Pierre Feller huet eis empfaang an eis bei engem Patt iwwert den aktuellen Stand vun SIDEN opgeklärt. Och wann bei deenen héigen Summertemperaturen sou munschereen sech d’Nues misst zouhaalen, sou hun mir eis eng Visite vun der Kläranlag net entgoen geloos ! Mee elo mol zu den aktuellen Fakten ! Wéi eng Funktioun huet SIDEN ? D’Kläranlag op der Bleesbréck besteet zenter 1963 an war ursprünglech fir d’Klärung vun den Oofwässser vun Dikkrëch an Ettelbréck firgesinn. Mat der Formatioun vum Syndicat SIDEN 1994 huet sech desen Réseau iwwert 16 Gemengen ausgebreet an zenter hier kommen der emmer méi dobai. D’Ziel vun SIDEN ass ët d’Oofwässer vum ganzen Norden ze traitéiren. Haut besteet den Réseau aus 30 km Collecteuren, déi 26 Siten mat der Bleesbréck verbannen. D’Capacitéit vun der Anlag lait bei 30.000 m3/Daag. Wéi fonktionnéiert eng Kläranlag ? D’Dépollutioun vum Waasser geschitt an 2 Phasen : eng mechanesch Phase an eng biologesch Phase. D’Waaser aus den Kanalisatiounen leeft durch eng Vanne déi den Débit réguléiert an d’Anlaag eran. Dëss Vanne évitéiert dass bei excessivem Reen d’Anlaag iwwerlaascht gët. An deem Fall staut sech d’Waaser am Kanal. Am Summer ass d’Charge vum Waasser zimmlech héich. Daat heescht dass d’Oofwasser nëmmen wéineg verdënnt ass. Een Reech fëscht all Ooffall deen méi wéi 15 mm grouss ass eraus. Et ass baal nët auszedenken, waat een do fiir Saachen eremfënnt ! Den Geroch ass och dementspriechend … ! Den Ooffall gët zu enger décker Wurscht gepresst an op den Tipp (SIDEC) hehait. D’Waaser gët dann durch 6 Pompelen op 12 Meter Héicht gepompelt fir dann durch d’Schwéierkraaft durch déi verschidden Baséngen ze fléissen. Am 1. Baséng gët d’Fett an den Sand vum Waasser getrennt. Dann leeft d’Waasser an déi «1. Biologie». Hei fënnt wéi den Numm et schon seet, déi biologesch Phase vun der Dépollutioun statt. Dësen aerobëschen Prozess ass durch Mikroorgansismen méigleg, déi sech vun den organeschen Substanzen am Waasser ernähren. D’Waasser muss dofiir permanent belëfft gin. Déi gréisst Charge gët enner Form vun Kuelenstoff éliminéiert. No der 1. Biologie leeft d’Waasser an een éischten «Décanteur». Dësen besteet aus 2 ronnen Baséngen wou sech den Schlamm (bestehend zum groussen Deel aus Mikroorganismen) um Gronn oofsetzt. Eng grouss Raclette dréit ronderem an sammelt den Schlamm an fir en an der 1. Biologie ze verwerten.

8


bulli

Summer 2003

Visite bei SIDEN (25. Juli 2003)

Währenddessen leeft daat +/- geklärtent Waasser iwwert den Bord vum Baséng eraus an gët an déi «2. Biologie» dirigéiert. D’Bakterien an dësem Baséng verwandelen den NH4+ an NO3- (Nitraten). Den NH4+ ass indirekt schlecht fiir d’Fësch well en vum O2 am Waasser oxidéiert gët. D’ Sauerstoff Konzentratioun geet dann an den Flëss eroof, waat een negativen Impakt op d’Fësch huet. Iir d’Waasser an d’Sauer leeft, gët ët nach eng zweete Kéier décantéiert. Daat ass nach nët alles ! Déi ganz Statioun gët zentraal per Computer gesteiert. Dësen Computer-Réseau erméiglëgt och d’Kontroll an d’Steierung vun aaneren Installatiounen vun SIDEN. Permanent gin déi bio-chemesch Propriétéiten vum Waasser on-line gemooss, fir den Dépollutiounsprozess optimal un d’Charge vum Waasser unzepassen. Enner Aanerem gët hei den Sauerstoffgehalt vum Waasser gemooss. Waat geschitt mam Schlamm ? Een Deel vum Schlamm gët an der «Biologie» verwert. Mais ët gët es ëmmer méi vu que dass sech d’Bakterien vermehren wann een se gudd fiddert. Deen excessiven Schlamm gët gesammelt an an enger Centrifugueuse geschleidert fir d’Waasser z’éliminéiren. Dann gët den Schlamm während 21 Deeg an sougenannten Faultiirm oder Faulsiloen gelagert. Bei 35°C zersätzt sech den Schlamm an engem anaerobëschen Prozess. Dobai gët CO2 an CH4 (Methan) frai, deen als Biogas fir d’Heizung vun den Faultiirm benotzt gët. D’Endprodukt ass eng +/- organesch Mass aus doudegen Mikroorganismen.Des Mass gët nach eng läschte Kéier geschleidert nodeems Polyélektrolyten baigemescht gin sin. Durch hier Charge gin si vum Schlamm ungezunn an d’Waaser gët oofgewisen. Dëst vereinfacht d’Trennung vum Waasser. 20 % vum inerten Schlamm gët am Ausland verbrannt an den Rescht gët bei Soil-Concept um Friedhaff compostéiert. Futur-Projeten vun SIDEN Eng «3. Biologie» ass fiirgesin fiir d’Dénitrifikatioun vum NO3- an N2. Mee leider ass den Budget fiir eng schnell Moderniséirung limitéiert, sou dass se sech nach iwwer Joren wert hinzéihen. An zum Schluss een gudden Root ! Et ass fiir déi meeschte Lait schwéier fiirzestellen, wéi wichteg d’Propretéit vum Waasser ass, well e fiir eis an deenen entwéckelten Länner selbstverständlesch ass. Mais an deenen aarmen Länner feelt leider déi finanziell Ennerstëtzung fiir Sanitäranlagen ze bauen. Nach ze vill Lait stiewen un der Cholera well hiert Drénkwaasser mat Keimen verseucht ass. D’Dépollutioun vum Waasser ass eng ganz delikaat an virun allem eng ganz deier Affaire, dorun denkt een oft nët. Wann der also d’nächste Kéier är Spull maat, dann passt op waat der an den Spullsteen gehait an sidd spursam mam Spullmëttel. D’Natur wert iech merci soen ! Fiir wieder Infoen iwwert SIDEN : www.siden.lu Vum Françoise Quintus

9


bulli

Summer 2003

Flughafen Düsseldorf

Neues Terminal am Flughafen Düsseldorf Der Bau am Düsseldorfer Flughafen war und ist eine Baustelle ganz besonderer Art. Nicht nur ihr Umfang, auch die Bedingungen, unter denen gebaut werden musste, forderten planerische Meisterleistungen. Der Bau wurde bei laufendem Flugbetrieb durchgeführt. Ein Projektteam von etwa 100 Projektmanagern, Fachplanern, Bauleitern, Kaufleuten und Polieren arbeitete 31 Monate. Die Baumaßnahme, mit einem Auftragsvolumen von ca. 340 Mio. Euro, umfasst die Erweiterung des Zentralgebäudes vor den Flugsteigen A und B, Neubau des Flugsteig B und einer Tiefgarage, sowie die Umgestaltung der Verkehrsanbindung. Im nächsten Jahr wird auch die Erweiterung des Zentralgebäudes vor Terminal C zum Ende kommen. Ein besonderes Merkmal des Zentralgebäudes ist die gewaltige aber filigrane Dachkonstruktion. Sie besteht aus großflächigen Glaselementen auf einer Tragkonstruktion aus gekrümmten Dreigurtbindern. Auch der Flugsteig B wurde mit großen Glasflächen ausgeführt, die den Besuchern einen Blick auf das Flugfeld ermöglichen. Der neue Flugsteig ist mit 170 m Länge und 70 m Breite ca. vier mal so groß wie das alte Terminal. Aber nicht nur oben, auch am Boden gibt es etwas zu bestaunen. Betritt man das Zentralgebäude, fällt der Blick sofort auf den spiegelglatt glänzenden Boden, der an einen Palast erinnern mag. Es handelt sich um chinesische Granitplatten mit denen 36000 m2 Boden ausgekleidet wurden. Nicht zuletzt ist noch das ausgeklügelte Brandschutzkonzept zu erwähnen. Von minimalen Brandlasten über Brandabschnitte, Brandmeldetechnik und Entrauchungsanlagen bis hin zum „Integrierten Gefahrenabwehr-Management“ gelten hier strengste Sicherheitsauflagen. So sind zum Beispiel für den Gebäudeausbau sowie für alle fest installierten Einrichtungsgegenstände nur nicht brennbare Materialien zugelassen. Polster und Stuhlbezüge müssen bestimmten Sicherheitsbedingungen gegenüber Entzündung genügen. Es wurde ein Entrauchungskonzept entwickelt, welches in „Rauchversuchen“ am Modell und auch im Terminal getestet wurde. Die Entrauchungsanlagen werden im Brandfall automatisch aktiviert und der Rauch kann so innerhalb kurzer Zeit abgesaugt werden. In Treppenhäusern und Aufzügen wurde zusätzlich eine Überdruckbelüftung eingebaut. Außerdem fahren die Fahrstühle im Brandfall automatisch eine sichere Etage an. Dies alles steuert das Alarm- und Informations-Management-System“, welches speziell für den Flughafen Düsseldorf entwickelt wurde. Evakuierungsanlagen und dynamische Fluchtwegleitsysteme im Boden werden ebenfalls von diesem „Management den System“ gesteuert.

10


bulli

Summer 2003

Flughafen Düsseldorf

Die Bauausführung: Ein problematisches Verkehrsumfeld, beengte Platzverhältnisse, strenge Sicherheitskontrollen und die Forderung nach einem möglichst störungsfreien Flughafenbetrieb machten eine ausgefeilte Planung der Bauabläufe erforderlich. Unterschiedliche Bauzustände mit geänderten Verkehrsführungen, wechselnden Baustelleneinrichtungen und Provisorien waren notwendig. Besondere Komplikationen gab es beim Abbruch im Bereich um den Tower, der während dieser Zeit in Betrieb blieb. Die Arbeiten mussten so vorsichtig und vibrationsarm erfolgen, dass die sensibelen Geräte der Fluglotsen nicht gestört wurden. Für den Abtransport der knapp 200.000 m3 ausgehobenen Erde wurden ca. 16.000 LKW Ladungen benötigt. Dazu war ein Baustellen Versorgungsplan notwendig, der festlegte, wann und über welche Wege Materialien abtransportiert bzw. angeliefert wurden. Da kaum Lagerplatz zur Verfügung stand, wurden in der Nähe des Flughafens Sammelplätze und Zwischenlager angelegt. Von dort aus konnte die Baustelle kurzfristig beliefert werden. Die teilweise über das Vorfeld fahrenden LKW’s mussten den sogenannten „Follow Me“ den Autos folgen, die eigentlich zur Einweisung von Flugzeugen benutzt werden. Ein weiteres Problem stellten die vielen Kräne dar. Da bis zu 12 Hochbaukräne gleichzeitig eingesetzt wurden, gab es Platzprobleme. Auch die Sicht der Fluglotsen sowie das Radar durften nicht beeinträchtigt werden. Die Baukräne mussten daher höhenmäßig gestaffelt werden und im Towerbereich wurden nur Mobilkräne eingesetzt.

Quelle: Maulwurf - Ausgabe 2/2003 (RWTH-Aachen)

11


bulli

Summer 2003

Schoulaktioun

Fir eng konstruktiv Informatiounspolitik bei den Schüler vun IIe an Iere… Säit enger Koppel vun Jooren ass an Richtung Informatiounen iwwert d’Universiteiten an den heitegen Lycéen nitt mei vill gelaaf. D’ANEIL freet sech emmer rem an den LCD agelueden ze ginn fir do Reklamm ze maachen fir den Ingenieur an Nnaturwessenschaftlechen Studium… Allerdengs ass dëst Invitatioun, matt Ausnahm vun Esch 2002, dei eenzeg dei mer an den leschten Jooren kruuten. Em waat geet et? Eng ANEIL-Emfro aus dem Joer 2000 huet erginn, dass d’Schüler vun IIe an Iere sech schlecht bis guer nitt informeiert fillen iwwer daat waat sie dei Jooren dono erwaart, haaptsächlech waat een Studium am Ausland betrëfft. D’ass jo jo schein an gudd op enger Foire de l’étudiant een Moien laang BIC’er ze sammelen, an eventuell een oder deen anner Ancien remzegesinn, deen probeiert op sengem Stand Reklamm fir sain Cercel an seng Uni ze maachen… Mee geet daat duer? Am LCD gouf virun Jooren d’”Journee ANEIL” agefouert. Dëst haat zum Ziel, des Messstänn ze behiewen an den Schüler Meiglechkeeten ze ginn, allfälleg Froen schons virun der Foire lasszeginn, dass een als Schüler optimal virbereed kann op der Foire bei spezifeschen Stänn dei allerlescht Zweifel lassginn. Fir dem Schüler eng gewessen Secherheet ze ginn, wooren op desen Journee’n haaptsächlech Ancien’en do, dei an den leschten 3-4 Joer hier Premiere zu Dikkrich kruuten… well-known faces also. Bei Leit dei een kennt, matt deenen een well beim Deo een zesummen gedronk huet oder wei och emmer leicht sech eeben mei liicht diskuteieren, an et ass een vill mei ongezwongen och emol penibel Detailfroen lasszeginn. Un dëser Variant gouf an den Jooren emmer bessen gefeilt an geännert, mee grosso modo steet d’Konzept! Ech woor als Vertrieder vun der ANEIL dei lescht Jooren emmer zu Dikkrich präsent an konnt mech dovunner iwwerzeegen, dass daat do een Konzept ass, deen dem Schüler eppes hellefen kann. Secherlech funktionneiert et nemmen, wann den Schüler mattschafft, mee den Dikkricher SPOS gett sech Mëi, dem Schüler sou wait wei meiglech entgeint ze kommen dass wiirklech den Schüler am Fehler läit an nitt d’Art vun der Organisatioun… Waat kann dobäi schiefgoen, wann een un sou Konzepter schafft? Erfahrungsgemeiss kann ech soen vill… duerfir ee puer Fehler, dei een onbedengt beim Ausschaffen vun engem Konzept muss eviteieren : · Een Virtraag vun enger halwer Stonn an mëi huet zur Folleg, dass dei eischt sech dovunner maachen an bei dei an den Bistrot setzen ginn die schons guer nitt komm sinn…. · Een Schüler stellt ongaeren Froen, an schons guer nitt an engem groussen Sall wou all dei anner nolauschteren… Duerfir hinnen d’Meiglechkeet ginn an eenzelnen Gruppen, getrennt no Studienrichtung z.B., op d’Vertrieder vun daer Zunft anzegoen. Eenzelgespreicher sinn oft dann ganz kreativ. · Een Schüler stellt och ongaer Froen un een deen en nitt kennt… bekannten Gesiichter sinn awer oft gudd fir een Gespreich ze initieieren, awer och een grond fir Schüler dozehaalen… well se eeben nach mussen matt deenen Leit fachsimpelen dei se eventuell eng Zäit nitt mei gesinn hunn.

12


bulli

Summer 2003

Schoulaktioun

Secherlech ass villes Verbesserungsfäheg, an ech denken dass villäicht och d’Inhalter an d’Zieler vun sou enger Aktioun mussen genee iwwerduecht sinn. Et geet nitt nemmen duer d’Leit zesummenzetrommelen an dann ufänken wei een Waasserfall ze schwätzen, mee et muss een weider ganz präzis an kuerz gebündelt Informatiounen an engem Virtrag ginn. Deen Moment wees den Schüler wou en drun ass, an wees wou en weider Detailler froen kann. Idealerweis stellt en seng Fro direkt noom Virtrag, oder awer och am klengen Krees no der Podiums-Diskussioun, speitestens awer op der Foire de l’étudiant… (Stillschweigend ugeholl dass dës Maniff am Ufank vum Schouljoer stattfënnt). Mir als ANEIL waerten eis op alle Fall bei der ACEL asetzen, dass eppes am Interet vum Schüler gemeet gett! Zum Schluss nach een klengen Auszuch aus engem Message um Message Board op www.acel.lu : (vum anonymous) “(…) Ausser dass ons gesoot gouf mier sollten an den Cedies goen, oder ob eng informationsstonn doriwer ze waarden ass naischt geschitt. An der saugenannter infostonn krutten mer dann eng onverstaendlech reglementation viergeluegt iwert Bourse an den Pret an erklärt wei een daat sollt unfroen. Froen iwert orientation an Logement sin beim beschten wellen NET beäntwert gin, mee mer kruuten alt rem bichelcher ausgedeelt, an dun sollten mer eben eens gin. (…)Leider gottes kann een jo net erwarden dass engem 2 joer vun sengem liewen zereckerstatt gin. Dei traureg wourecht ass awer dass ech baal 20 leit kennen dei der nämlechter meenung sin (net all ob der nämlechter uni) an sech loo reicht kloer gin sin waat se wierklech wollten maachen, mee leider deemols dei informationen net haaten. Just als klengen denkunstouss, weivill kascht et sech zait ze huelen fier Studenten, an par contre weivill kaascht et den Ministär onneideg Boursen ze verdeelen weinst engem Mangel un Informatiounen? Et get deck Zait dass eppes geschitt!! “ Vum Mike Dusseldorf

13


bulli

Summer 2003

Visite bei der SEO (20. Juni 2003)

Visite bei der SEO zu Veianen Freides, den 20ten Juni firun Nationalfeierdag, huet d´Aneil SEO (Société Electrique de l´Our) zu Veianen besicht. Mir goufen beim Chalet fun der Madame Van Maris empfangen die eis fir dei naischt 2 Stonnen en interessanten Betrieb sollt fiirstellen. Als eischt kruten mir en Film gewissen. Deen huet sowuel Entstehungsgeschicht, wie och den Prinzip an Funktions Art a Weis fun dem Pompelspeicherwierk erklärt. 1959 war endgülteg decidéiert, dass hei zu Letzebuerg en Pompelspeicherkraftwierk géif gebaut gin. En Pompelspeicherkraftwierk erméiglecht et Spetzenstroum hierzestellen. Mettels bellegem Nuetsoder Daagesstroum pompelt een Waaser op en Bierg an léist et zu Zeiten wou een en enorm héichen Stroumbedarf huet erem erooflaafen fiir Spetzenstroum ze produzéieren. Veianen gouf als Standort gewielt well een hei eng ganz gensteg topographesch Laag huet matten an groussen Industriegebieter vun Nordwesteuropa. Nierft engem Floss fennt een hei wasserondurchlässegen Schiefer deen beim Bau fun engem Staubecken grouss Fiirdeeler mat sech brengt. Zu Veianen war et och net néideg op Grond fun der geringer Bevölkerungsdicht fill Leit emzesiedelen. Nierft Letzebuerg an Deitschland hun och Länner ewei Belsch, Frankreich, Italien, Holland, Norwegen, Eistreich an Schweiz bei der Realiséierung fun dem mega Projet matgewierkt. Schliesslech sollt zu Veianen daat gréissten Pompelspeicherkraftwierk fun der Welt entstoen. D´Haaptaktionäre fun der SEO sin d´Groussherzogtum Letzebuerg an d´RWE Power AG aus Deitschland. D´Pompelspeicherwierk fun Veianen ass un d´Heichspannungsnetz fun der RWE Power ugeschloss. Sou kritt SEO och den beinéidegten Pompstroum fiir Speicherpompelen fun der RWE an liewert der RWE den produzéierten Spetzenstroum. Wei schons gesoot war 1959 Plangen faerdeg an am Hierscht goung et lass mat den Aarbechten, die knapps 5 Joer gedauert hun. D´Kavernenkraftwierk mat 9 horizontalen dreideelegen Maschinenaggregater vun je 100000 kw Turbinenleeschtung besteet aus 3 Haaptbauwierker: · d´Uewerbecken um Niklosbierg mat 2 künstlechen Speicheren · d´Ennerbecken, daat aus engem natierlechen Stau an enger iwwerhalb fun Veianen erbauten Staumauer, besteet · d´ennerierdescht Kraaftwierk, daat duerch 2 gepanzert Drockleitungen mam Uewerbecken an duerch 2 Ennerwaaserstollen mam Ennerbecken verbonnen ass.

14


bulli

Summer 2003

Visite bei der SEO (20. Juni 2003)

Nodeems die 9 Maschinen a Betrieb geholl waren huet sech schnell erausgestallt dass een nach mei Spetzenstroum bréicht an och kéint produzéieren. Doweinst ass dann Decision fiir den Bau fun enger 10. Maschin ganz schnell geholl gin. Fiir déi 10. Maschin gouf en extraen Schacht gegruewen. Och besteet des Maschin net aus 3 Deeler mee nemmen méi aus 2 an huet eng Turbinenleeschtung fun 200000 kW. Sie ass och mam Uwerbecken duerch eng eegen Leitung an mam Ennerbecken duerch en eegenen Waaserstollen verbonnen. Maximal kann zu Veianen 1600 GWh Energie produzéiert gin, während deems een 2160 GWh Energie brauch fiir d´Waaser aus dem Ennerbecken an den Uewerbecken ze pompelen, also en Wirkunsgrad fun 74% erreecht. Den Zyklus fum Pompelspeicherwierk besteet aus 7 ¼ Stonnen Pompelbetrieb an 4 ¼ Stonnen Turbinenbetrieb. No dem Film sinn mir a Richtung Karvern gangen. Mme Van Maris huet ons nach erklärt dass den Ennerbecken eng Längt fun 8 km huet an 10 Mio. m3 Waaser faast. D´Staufläch sinn ongeféier 100 ha. D´SEO leet groussen Wert drop dass hei en ökologescht Gleichgewiecht besteet. Am Tunnel kritt een als Visiteur (et sinn der emmerhin zweschen 80 000 an 100 000 pro Joer) interessant Informationen iwwer die verschidden Energiehierstellungsprozesser. Op enger Makett kann een sech en genauen Iwwerbleck fun der Laag fum Uewerbecken, dem ennerierdeschen Stollen an dem Verlaaf fum Ennerbecken maan. Op Fotoen konnten mir mat Erstauenen feststellen dass die englesch Queen der SEO schon en Besuch erstatt huet. Schlussendlech waren mir bei der Schaltzentral ukomm wou een an d´Haapkavern kann erangesinn. Mat enger Gesamtlängt fun 330 Meter, enger Breet fun 17 an enger Heischt fun 30 Meter ass et schons en impressionant Bauwierk daat ganz aus dem Fiels gesprengt gouf. Hei stinn dann die 9 Maschinen eng

15


bulli

Summer 2003

Visite bei der SEO (20. Juni 2003)

nierft deer aanerer. All Maschin besteet aus enger Francisturbin, engem Motor-Generator, enger Zännkupplung, enger Pelton-Anwurtturbin an enger zweestufeger, duebelfluteger Speicherpompel. Die eenzel Maschinen gin fun der Schaltzentral gereegelt, wou permanent een Aarbechter alles iwwerwaacht. Leider gouf un der éischter Turbin geschafft sou dass et ons net méiglech war an Kavern selwer erofzegoen. Als lescht sin mir nach op den Niklosbierg gefuer. No 105 ustrengenden Stufen waren mir schlussendlech uewen. 2 rieseg Becken, wou deen een 3 000 000 m3 an deen aaneren 3 800 000 m3 faasen. Mme Van Maris huet ons nach erläutert dass eng 140 Leit bei der SEO zu Veianen schaffen an nach eng kéier em die 40 an der Verwaltung an der Staat. Zu gudder lescht géif ech Geleenheet Notzen fiir der SEO an firun allem der Madame Van Maris Merci ze soen fiir déi interessant Visit. Och wéilt ech nach erwähnen dass jiddfereen deen net derbei war an sech eng kéier Kavern wellt ukucken goen daat all Daag zweschen 9.00 an 21.00 Auer kann maan.

Vum Pierre Mahowald

D’ANEIL am Internet:

www.aneil.lu 16


bulli

Summer 2003

PUBLICITÉ PAUL WURTH

17


bulli

Summer 2003

Table Ronde

Table Ronde 2003 Et ass schon eng richteg Traditioun gin - d’Table Ronde vun der ANEIL. Wei all Joers huet dest Treffen Kaarfreideg, den 18. Abrell 2003 um Centre Universitaire stattfonnt. Hei hun sech Représentant’en vun deenen verschiddenen groussen letzebuergeschen Firmen mat deenen Ingénieursstudenten getraff, dei oofgeschloss hun, oder an absehbarer Zait oofschleissen, an dofir op der Sich no enger Plaatz sin. Vun der Table Ronde hun awer och Studenten vun aaneren Semester, dei op der Sich no engem Stage sin profitéiert. Nierft engen 25 Studenten waren och folgend Firmen op der Table Ronde vertrueden: Accenture, Accumalux, Arbed/Arcelor, CFL, Dupont de Nemours, IEE, Ministère de la Fonction Pub., Paul Wurth, Luxair an Rotarex. An enger Brochure, dei extra fiir d’Table Ronde erausbruecht gett, sin d’Profiler vun deenen Entreprisen, dei op der Table Ronde vertratt sin, mee och vun villen aaneren aus dem Land beschriwwen. Hei kennen d’Studenten zum Beispill noliesen weivill Ingénieuren an deenen 3 nächsten Joren agestallt wärten gin, oder Informatiounen iwwert Conditiounen dei Ingé-nieuren fir dei eenzel Betrieber erfellen mussen. Dess Brochure gett am Ufank vun der Table Ronde u jidfereen verdeelt. Wei all Joers gouf d’Table Ronde mat engem Viirtraag iwwert een aktuellt technescht Thema eröffnet: dest Joer stoung een Viirtraag vum Pierre Schmitt iwwer d’Renaturatioun vun der Uelzecht um Programm. Dës Aarbechten goufen zu Walfer réaliséiert, wou d’Firma Schroeder & Associés sech souwuel em d’Ausschaffen vum Konzept an den Entworf vun de Pläng, wi och em d’Exécutioun vum Projet bekemmert huet. D’Noutwendegkeet vun esou engem Unternehmen lait op der Hand, zumols fiir déi Leit aus der betraffener Regioun (Walfer, Bereldeng), denen d’Waasser all puer Joer wuertwiertlech „bis zum Hals“ stoung. Iwwer Joerzengten ass d’Uelzecht kanaliséiert a begradegt gin, ouni Rücksicht op irgentwellech Konsequenzen. Di natiirlech Meanderen sin also emmer méi verschwonnen, waat mat sech brengt, dass d’Flossbett emmer méi schmuel gett, d’Waasser emmer manner Plaatz huet, an bei staarkem Reen méi schnell iwwer d’Ufer trëtt. Mee et ass net nemmen d’Angscht virun Iwwerschwemmungen, di zu sou Aarbechten motiveiert ; Argumenter wi ‚neie Liewensraum fiir Fauna a Flora schaafen’ oder ‚Verbesserung vun der Waasserqualitéit’ sin net manner wichteg. Sou huet d’Gemeng Walfer sech dee Spass och su munches kaschte gelooss ; ee respektabelen MilliouneBetrag (an Euro ausgedreckt, wuel verstaan) gouf investéiert. Et muss awer erfiirgehuewe gin, dass si tatkräfteg ennerstetzt goufen vum Ministère de l’Intérieur an dem Ministère de l’Environnement, di selbstverständlech hannert esou Renaturéirungs-Projet’en stin. Renaturatioun heescht net nemmen dass den Tracé vum Floss modifizéiert gett, fiir esou seng Gesamtdistanz mi grouss ze maachen, mee och dass d’Bett u sech erweitert gett. Sou entstin extreem fiicht Zonen, di fiir eng ganz Rei Insekten a Vullen indispensabel sin. Och wann de Projet réischt virun e puer Méint oofgeschloss gin ass, si schon éischt Resultater do, di en considérablen Succès opweisen, an ze verstoe gin, dass d’Natur sech duerchaus schnell erhëllt, subaal se d’Chance dozou kritt.

18


bulli

Summer 2003

Table Ronde

Ee besonnescht Augenmerk huet den Här Schmitt op d’Gestioun vun esou engem Projet geluecht. Vu dass eng Panoplie vun verschiddenen Disziplinen vertrueden sin, wi zum Beispill Hydraulik (Elaboratioun vum Floss-Tracé), Statik (et ass eng Breck gebaut gin fiir den direkten Access zu der Zone Industrielle ze erméiglechen, di just hannendru lait), a schliesslech Emweltwessenschaft (Verständnis vun Erosiounsphénomäner, etc), lait deen eigentlechen Knackpunkt an der Koordinatioun tescht all dësen eenzelnen Domainer. Bleiwt nach ze soen, dass de Mensch hei am gaang ass, d’Fehler aus der Vergaangenheet (Zestéierung vu Liewensréim, fiir de bellegen Terrain optimal fiir Industrie notzen ze kënnen) rem gutt ze maachen ; dest mat engem immens héighen (finanziellen) Opwand, wi schon erwähnt ; eigentlech kinnt een aus deene Fehler léieren, vlaicht ass daat jo och de Fall... No desem intressanten Viirtraag haaten dunn d’Studenten an d’Représentant’en vun de Firmen d’Geleegenheet bei engem Glas Wain an engem klengen Imbiss Kontakter auszetauschen. Dest ass vun beiden Saiten ganz appréciéiert gin, an mir hoffen dass fir deen een oder aaneren eppes Intressantes dobai war. Vum Bob Greiveldinger

Renaturatioun vun der Uelzecht zu Scheffleng

19


bulli

Summer 2003

Space Towers

Space Towers Imagine a tower that would reach into space and let you ride in an elevator from the ground to any altitude you wanted. In 1895 a Russian scientist named Konstantin Tsiolkovsky looked at the Eiffel Tower in Paris and thought about such a tower. He wanted to put a “celestial castle” at the end of a spindle shaped cable, with the “castle” orbiting the earth in a geosynchronous orbit (i.e. the castle would remain over the same spot on the earth). The tower would be built from the ground to an altitude of 35,800 kilometers. It would be similar to the fabled beanstalk in the children’s story “Jack and the Beanstalk,” except that on Tsiolkovsky’s tower an elevator would ride up the cable to the “castle”. One “spinoff” use of Tsiolkovsky’s tower would be the ability to launch objects into orbit without a rocket. Since the elevator would attain orbit velocity as it rode up the cable, an object released at the tower’s top would also have the orbital velocity necessary to remain in geosynchronous orbit. Building from the ground up, however, proved an impossible task. It took until 1960 for another Russian scientist, Y.N. Artsutanov, to propose another scheme for building a space tower. Artsutanov suggested using a geosynchronous satellite as the base from which to build the tower. By using a counterweight, the cable would be lowered from geosynchronous orbit to the surface of the earth while the counterweight was extended from the satellite away from the earth. Making a cable 35,000 kilometers long is a difficult task. In 1966, four American engineers decided to determine what type of material would be required to build a space tower, assuming it would be a straight cable with no variations in its cross section. They found that the strength required would be twice that of any existing material including graphite, quartz and diamond. Nine years later another American scientist, Jerome Pearson, designed a tapered cross section that would be better suited to building the tower. He suggested using a counterweight that would be slowly extended out to 144,000 kilometers (half the distance to the moon) as the lower section of the tower was built. His analysis included disturbances such as the gravitation of the Moon, wind and moving payloads up and down the cable. The weight of the material needed to build the tower would have required 24,000 Space Shuttle trips, although part of the material could be transported up the tower when a minimum strength strand reached the ground. Later, Pearson thought about building a tower on the Moon. He determined that the center of gravity needed to be at the L1 or L2 Lagrangian points, which are special stable points that exist about any two orbiting bodies where the gravitational forces are balanced. The cable would have to be 291,901 kilometers long for the L1 point and 525,724 kilometers long for the L2 point. Compared to the

20


bulli

Summer 2003

Space Towers

351,000 kilometers from the Earth to the Moon, that’s a long cable, and the material would have to be gathered and manufactured on the Moon. We can determine the orbital velocities that might be attained at the end of Pearson’s 144,000 km tower. At the end of the tower, the tangential velocity is 10.93 kilometers per second which is high enough to escape Earth’s gravitational field and send probes to Saturn or Mars. If an object were allowed to slide freely along the upper part of the tower a velocity high enough to escape the solar system would be attained. The space tower is a good concept for science fiction writers, but until new materials are developed and cheaper ways to reach orbit are found, the space tower will remain a dream. Quelle: http://liftoff.msfc.nasa.gov/academy/tether/SpaceTowers

21


bulli

Summer 2003

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB Wien schon mol op der Autobunn A6 tëschent dem Kreuz Walldorf an Heidelberg ënnerwee war, deem ass bestëmmt déi impressionant Usammlung vu Fligeren niewent der Autobunn opgefall. Dobäi handelt et sech em den „Auto & Technik Museum Sinsheim“, an deem een op enger Ausstellungsfläch vun 30.000 Quadratmeter iwwer 3000 Exponate bewonnere kann. An der gréisster Hal stinn iwwer 300 Oldtimer, dorënner vill aal Mercedes-, Maybach-, Bugatti- a Rolls-Royce-Modeller, mee och eng ganz Rei vu Sportsween, wei dem Mika Häkkinen sain „Silberpfeil“, an de „Blue Flame“, dee mat enger Rekordgeschwindegkeet vun 1024 km/h laang Zéit de schnellste Rakeitenauto vun der Welt war. Doniewent ginn et nach d’Ausstellunge vun den „Hollywood Dream Cars“ mat raren amerikaneschen Autoen aus den 50er Joeren, vu Motorrieder, Lokomotiven, Trakteren, Dampmachinnen, etc. Och d’Militärausstellung mat Krichgeschir aus dem leschte Joerhonnert ass impressionant: niewent enger grousser Unzuel vu Panzeren a miltäresche Gefierer stinn och eng Rei russesch Mig-Fligeren an amerikanesch Krichfligeren aus.

D’Häerzstéck vum Musée ass awer sécherlech d’Fligeraustellung mat iwwer 60 Exemplaire vum Ufank vun der Loftfahrt iwwer déi däitsch Junker-Maschinnen aus den 30er Joere bis hin zu de modernen Düsefliger, déi gréisstdendeels um Dag vum Musée ausgestallt a fir d’Visiteuren zougänglech sin. Dobäi ass dann och de Stolz vum Sinsheimer Museum: daat eenzegt Exemplaire vun der Tupolev TU 144 ausserhalb vu Russland. Déi „russesch Concorde“ gouf 2000 kaaft an mat vill Opwand vu Moskau bis op Sinsheim transportéiert. Seit dem Mee 2001 kennen d’Visiteuren an den Iwwerschallfliger raklammen a bis fir bei de Cockpit goen. Mee domatter net genuch: viru puer Woche krut d’Tu-144 Gesellschaft vun der westlecher Versioun vum Iwwerschallfliger, der Concorde. Zefriddenheet iwwert dëse Coup war beim Museumsdirektor natierlech grouss: domatter ass de Sinsheimer Museum déi weltwäit eenzeg Plaz, wou d’Concorde an d’Tupolev zesummen ausgestallt ginn. Mee ganz einfach war et awer net, fir dee ganze Projet ze realiséieren. 27 Joer laang war d’Concorde d’Aushängescheld vun Air France a British Airways. A manner wei véier Stonnen ass een domatter vu Paräis op New York geflunn. De grousse Réckschlag koum awer dunn um 25. Juli 2000: beim Départ vun enger Concorde zu Paräis hu Stecker vun engem geplatzte Pneu den Tank duerchschloen, sou dass de Fligel direkt Feier gefaangen haat, a puer Kilometer méi weit ass d’Concorde erofgefall an huet 113 Mënschen an den Doud gerappt. Dowéinst stoungen d’Concorde-

22


bulli

Summer 2003

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

Fligeren iwwer e Joer laang um Bueden a missten mat engem Milliounenopwand nogerüst ginn. Mee no dësem trageschen Accident an de Folgen vum 11. September sin d’Passagéierzuelen an de Keller gaangen, sou dass daat ganzt Geschäft net méi rentabel war. Den 31. Mee 2003 huet Air France dunn de Flugbetrib vun der Concorde definitiv agestallt, an och déi siwen Iwwerschallfliger vun der British Airways wärden zukënfteg nëmmen nach a Muséeën ze gesi sinn. D’Air France wärd eng Concorde um Flughafe Charles de Gaulle ausstellen, déi aner véier Maschinne kommen an d’Muséeë Le Bourget, Toulouse, Washington a Sinsheim. Fir de symbolesche Präis vun engem Euro huet den Technikmuseum Sinsheim d’Concorde F-BVFB kaaft, déi séit dem Abrëll 1976 genee 14.771 Flugstonnen an 5.473 Volen absolvéiert haat. Den Akafspräis war domatter zwar bëlleg, mee den Transportmarathon vu Paräis op Sinsheim sollt awer ronn 1,5 Milliounen Euro kaschten. Ugefangen huet deen de 24. Juni mam leschte Vol a mat der Landung virun 20.000 Zuschauer um Flughafe Karlsruhe/BadenBaden, wou Spezialiste vun Air France an dem Technikmuseum d’Fligelspetzen an d’Heck ofmontéiert hunn, fir de weideren Transport ze erliichteren. Trotz der Demontage vun de Fligelspetzen haat de Fliger ëmmer nach eng Breed vu 14,45 Meter. Déi lescht 130 Kilometer bis op Sinsheim sollten dann an zwee Deeg zeréckgeluecht ginn. Um Freideg, 18. Juli huet sech de Spezialtransporter mat enger Längt vun 70 Meter an engem Gewiicht vun 160 Tonnen op der Strooss lues a lues a Richtung Rhein bewegt, wou et dann per Schëff duerch d’Schleiss Iffezheim op Altlußheim gaangen ass. Ronn 50.000 Leit hunn un dësen zwee Deeg den Transport verfollegt, an och 20 Kameraequipen, d’Presse, Police an THW hunn déi lescht Rees vun der Concorde begleet. Um Samschdeg Owend huet sech de Convoi dann nees weider op de Wee fir déi lescht 30 Kilometer gemeet, fir iwwert d’A61 an d’A6 op Sinsheim ze fueren. Dofir misst d’Autobunn deelweis a béid Richtunge gespaart ginn, well déi zwou Spueren plus d’Noutspuer nemmen 11,50 Meter breed sinn. Iwwer 80 Verkeierspanneauen missten op der Streck erofgeholl ginn an op ville Plaze goufen och d’Leitplanken ofmontéiert. Bei de Brécke misst besonneg op d’Moos geschafft ginn: oft waren net méi wei 5 Zentimeter tëschend der Bréck an dem Fliger. Och de Chantier op der A6, déi lescht grouss Hürd viru Sinsheim, gouf gemeeschtert. Op dëser Plaz war de 14,50 Meter breeden Transport allerdéngs net méi duerchkomm, sou dass d’Concorde op enger Säit hydraulesch gehuewe gouf. Am Virfeld gouf genee berechent, dass bei dëser Aktioun de Fliger net erofrutscht oder souguer ëmkippt.

23


bulli

Summer 2003

Déi lescht Rees vun der Concorde F-BVFB

No aacht Stonne stoung de Spezialtransport dann um freie Sonndeg moien op der Autobunn virum Musée. Per Kran gouf d’Concorde dann riwergehuewen op den Terrain vum Musée, wou se an den nexte Méint nees zesummegebaut gëtt an direkt niewen d’Tupolev op den Dach vum Musée montéiert gëtt. Em Ouschteren 2004 wärd dann d’Concorde fir d’Visiteuren zougänglech sin.

Sou wei an deser Fotomontage kennt d’Concorde niewent d’Tupolev stoen.

Fotoen: http://www.technik-museum.de

Den „Auto & Technik Museum Sinsheim“ huet daat ganzt Joer duerch vun 9 bis 18 Auer, an um Weekend an u Feierdeeg vun 9 bis 19 Auer op. Doniewent gëtt et och nach den „Technik Museum Speyer“, wou ënner anerem e Boeing 747 Jumbo Jet, en Antonov An22-Transportfliger an en U9-Unterseeboot vun der Bundesmarine stinn. Weider Informatiounen enner: http://www.technik-museum.de

24


bulli

Summer 2003

PUBLICITÉ HUSKY

25


bulli

Summer 2003

Déi mei leschteg Sait

Gehaltsformel Es ist ja allgemein bekannt, dass Ingenieure und Naturwissenschaftler nie so viel Geld verdienen werden wie Geschäftsleute. Den Beweis dafür liefert die Mathematik : 1. Zeit = Geld (time is money) 2. Wissen = Leistung (knowledge is power) Jeder kennt aus der Physik: Arbeit/Zeit = Leistung Mit : 1. Zeit = Geld und 2. Wissen = Leistung Erhält man also : Arbeit/Geld = Wissen Aufgelöst nach Geld ergibt das : Arbeit/Wissen = Geld Man erkennt also : Wenn man unendlich viel weiss, kann man arbeiten wie man will, ohne dass Geld dabei herausspringt. Oder auch : Wenn das Wissen gegen Null geht, dann geht das Geld gegen unendlich, egal wie viel Arbeit geleistet wird. (q.e.d.).

26


EXPOSITIONS DES SCIENCES 2001

Bild Stay in Touch

Bulli 2003_2  
Bulli 2003_2  

Aneil Bulli 2003_2

Advertisement