Page 1

Magazin v

Vakanz, Vakanz, EDITO

u

erger Ju m Lëtzebu

gendrout

kräiz

Fraizait, ... Fraizait, ...

Summertime …

ECH FREEN MECH OP MENG KOLONIE, WËLL ...

Summertime, an wei schon an onsem Headliner beschriwwen, mir freeën ons alleguerten och dësen Summer erëm op ons Kolonien. En laangen Wanter ass eriwwer an ronn 200 Stagiären hunn dëst Joer ons Formatiounsstagen besicht an hunn sech op dësen Moment virbereet. An elo am Summer wäerten 149 Moniteuren mat 550 Kanner an Jugendlechen zesummen eng flott an onvergiesserlech Vakanz verbréngen. An mir sinn ganz sécher datt dier mat ärer Aarbecht genau dëst wäert erméiglechen.

Pol Herber, Moniteur vun Vakanzekolonien

Kevin Hirsch, Moniteur vun Vakanzekolonien

... et mer immens Spaass mécht eppes mat den Kanner ze ënnerhuelen : )

... et eng genial Erfahrung vir Kanner & Moniteuren ass.

Iech alleguerten wënschen mir vun dëser Plaatz aus eng schéin Vakanz an vill flott Momenter an ären Kolonien. Haiti, eng wonnerschein Plaatz, wier do net vierun e puer Méint daat schweiert an verheerend Erdbiewen gewierscht. Eng vun den eischten Rettungsequipen op der Plaatz woor der Hondsstaffel vum Letzebuerger Roude Kraiz. Den Yves Marx, den Responsabel vun der Hondsstaffel vun der Missioun op Haiti huet ons en interessanten Interview ginn iwert seng Andreck an seng Aarbecht zu Haiti. R P

Pol Kevin

Philipp Müller, Moniteur vun Vakanzekolonien

Odair Fortes, Moniteu r vun Vakanzekolonien

... ech d Kanner eng Fre ed man well fir dass se eng gutt an schéin Vakanz erliew en.

... et einfach eng super Zäit ass mat onvergiesslechen Momenter.

SOMMAIRE

Philipp

Edito

1

Ech freen mech op meng Kolonie, wëll ...

1

Ech sinn och dobäi …

2

Tock, Tock, Talk

2

Interview mam Yves Marx,  Rettungshondstaffel Haiti

2

Ironman 2010

3

ING Europe Marathon 2010 „The Night Run“

3

Programme Formation 2010/2011   Animateur d’activités de loisirs B/C

3

Agenda

3

Pinnwand

4

Et wor emol … eng Iddee,   keng ewei eng aaner !

4

Sproch vum Mount 

4

Zuel vum Moment 

4

Impressum

4

Odair

Joëlle Steinmetz, Responsabel vun Vakanzkolonien ... et déi schéinsten Zäit   am Joer ass !

Catherine Hentges, Monitrice vun Vakanzekolonien

Sabrina Pinto, Monitrice vun Vakanzekolonien

... well et eng super Zäit ass, mat vill Spaass an onvergiesslechen Momenter.

Catherine

Sabrina

... well et ëmmer erëm cool ass mat de Kanner an de Moniteuren nei Situatiounen ze meeschteren an de Kanner eng flott Vakanz unzebidden !!!

Cindy Morais, Monitrice vun Vakanzekolonien

Claire Weidert, Monitrice vun Vakanzekolonien

Claire

... d’Kolonien einfach mat dat bescht un da Summervakanz sinn ! : )

Marine Goedert, Monitrice vun Vakanzekolonien

... well et einfach en immens Gefill ass Kanner glécklech zemaachen.

... et naicht besseres gëtt wéi Kanner ze gesinn déi laachen an glécklech sinn : )

Cindy

Joelle Hayum, Monitrice vun Vakanzekolonien well... kann ech nach net beuerteelen : ) Dat soen ech dir dann Enn August ok : )

Joëlle

JULI 2010

Marine

16

Joëlle

croix-rouge luxembourgeoise

Jeunesse


Ech sinn och dobäi …

CUBA

Interview MAM Yves Marx, rettungshondstaffel Haiti

als ... Monitrice an de

Vakanzekolonien

Numm : Katharina Schwarzkopf Alter : 19 Gebuertsdag : 10.10.1990

rzkopf

Katharina Schwa

Ech hunn (Geschwëster, Deieren, etc.) : eng méi jonk Schwëster wat der 18 huet. Wunnen zu : Waasserbëlleg

HAITI

Meng Schoul : Lycée Michel-Rodange Meng Hobbyen : mat Kollegen eppes ënnerhuelen an erausgoen, Croix-Rouge, a liesen.

RÉPUBLIQUE DOMINICAINE

Beim Roude Kräiz derbäi zënter : Enn 2007 Meng éischt Kolonie : Meng éischte Kolonie war mam Tania zu Fiesch iwwert Ouschtren 2008. Dat war eng wonnerbar Kolonie mat enger nach besserer Equipe ;) Et war meng éischt Kolonie an ech war ganz opgereecht zumools et och direkt an de Schnéi gaang ass. Ech hat natierlech Angscht eppes falsch ze man, mee et war alles tip top gelaf a mir haten eng schéin an zumools lëschteg Zäit mat de Kanner.

PORT AU PRINCE

Mäin schéinsten Erliefnes : Ohh ; ) … dat ass awer elo schwéier ze soen … do gëtt et am Fong keen allerschéinstent Erliewnis, mee ganz vill schéiner wou et schwéier wier eent genau erauszesichen. Spillen oder Bastelen ? Ganz kloer Spillen ! Bastelen, dofir feelt et mer leider u Gedold, zumools wann dat dann net sou get wéi een dat gären hätt, ne ; ). Dobannen oder dobaussen ? Vill vill méi gär sinn ech dobaussen, et huet een (bei schéinem Wierder; )) vill méi Méiglechkeeten eppes ze man, frësch Loft a ganz vill Plaz. La Panne, Bierg oder Fiesch ? Ganz iwwerzeegt vu Fiesch! Dat ass wierklech meng Lieblingsplaz well ech den Schnéi sou gär hunn an een esou vill Spaaass mat de Kanner op der Pist kann hunn ; ). Eng Bierg Kolonie hunn ech nach net gemat sou datt ech just vu Fiesch a La Panne kann schwätzen, woubäi La Panne seng Plage an d’Mier ze bidden huet wat ech natierlech och ganz gär hunn.

Tock, Tock, Talk Vanessa Felten, als Begleeder bei der Réckféierung vun den Kanner aus Haiti um Fluchhafen zu Eindhoven derbäi : Et fält mer schwéier deen Dag mat Wierder ze beschreiwen, well Wierder kënnen net ausdrécken, wat ech deen Dag gesinn, erlieft a gefillt hunn. Et war ee wonnerschéinen, erfahrungsräichen Dag, voller Vanessa Felten Emotiounen an Andréck, dee geprägt war duerch Baangen an Hoffen a mat enger onmoosseger Freed an Erliichterung op en Enn gaang ass. Ech si ganz dankbar a stolz datt ech bei dësem wichtegen an onvergiesslechen Evenement fir dës Familljen a Kanner konnt dobäi sinn.

Joyce Hermes, Monitrice La Panne 3 : Ech stelle mir d’Aarbecht als Moniteur an der Kolonie ganz flott vir. Ech si mer awer bewosst datt et och oft ustrengend ass. Trotzdem wëll ech déi Erfahrung eng Kéier maachen, fir ze wëssen, wéi dat sou ass. An natierlech well ech mega gär mat Kanner zesumme schaffen : )

Joyce Hermes

Saït 002

Beschreift eis wei den Déroulement vun ärem Asaz wor. Kuerz nodeems zu Haiti d’Äerdbiewen passéiert war, goufen mir iwwer den Alarméirungs-system vum Rouden Kräiz vun Genève informéiert wourops hin mir eng pré-alerte lancéiert hunn. D’Alerte gouf puer Stonnen drop ginn an mir eis op den Wee op Port-au-Prince gemaach mat engem Fliger vun der Belger Arméi. OP der Plaatz ukomm ass eis Missioun d’Lokalisatioun vun liewegen Persounen ënnert den Trümmer. Vun den Vereenten Natiounen (UN) kruten mer no eiser Arrivée en Secteur zougesprach deen mir mat eisen Hënn no Iwwerliewender ofgesicht hunn. Primär Suchgebidder waren Schoulen, Cliniquen, grouss ëffentlech Gebaier, ... Eisen camp gouf séier opgebaut an eis op den Wee an eisen Secteur gemaach fir do ënnert den zerstéierten Gebaier no liewegen Persounen ze sichen. Mir hunn mat eisen Hënn ënnert anerem eng Geschäfts-Galerie, groussen Schoulen an aner Gebaier ofgesicht.

Wei eng Situatioun hutt dir virfonnt ? Schon bei der Landung konnten mer eis en Bild vun der Zerstéierung an dëm Ausmooss vun der Katastroph maachen. Um Fluchhafen ukomm, ass et zimlech chaotesch hiergaange, en sëllechen Fliger waren kuerz virun eis gelant, hunn missen ausgelueden ginn an d’Hëllefsgidder un d’Leit verdeelt ginn. Et muss een dobäi soen, datt d’Equipe aus Lëtzebuerg déi drëtten Natioun kuerz no den Amerikaner an Fransousen ukomm war. Nodeems mer eisen Camp un Fluchhafen verlooss hunn konnt een op den Stroossen grouss Menschenbewegungen gesinn, déi op der Sich no Drénkwaasser, Iessen oder hirer Famill waren. Et huet een ganz Stroossen gesinn, wou d’Haiser komplett an en Koup gefall sinn, aner Haiser waren zum Deel schwéier zerstéiert. Déi Leit déi d’Biewen iwwerlieft haten, waren baussen op den Stroossen an hunn op gréisseren Plazen, wéi z.B. Fussball-Terrain probéiert sech en Daach iwwer dem Kapp ze bauen mat Läindicher, Zelter, Decken oder wat se grad fonnt hunn. Aner Leit waren amgaangen hier perséinlech Saachen aus den Trümmer vun hirem Haus ze biergen. Ënnert den Trümmer, zum Deel och op der Strooss konnt een d’Läichen gesinn an d’Famill an Trauer ëm déi Verstuerwen.

Wisou wor eng Equipe aus Lëtzebuerg vertrueden ? Soubal eng Katastroph an engem Land passéiert an déi concernéiert National-Gesellschaft respektiv déi betraffen Regierung Hëllef bei der internationaler Communautéit freet, ginn mir iwwer en Alarméierungs-System vum Rouden Kräiz zu Genève informéiert.

Yves Marx am Asaz Vu datt d’Missioun vun der Rettungshondstaffel ass fir no vermëssten Persounen ze sichen, ginn mir op sou Asätz virbereet an ausgebilt. Et ass no sou enger Katastroph immens wichteg fir déi lieweg Leit ënnert den Trümmer esou séier wéi méiglech ze lokaliséieren an ze retten. Et gëtt bis haut keen bessert an méi séchert an fiabel Gerät wéi d’Nues vun engem Rettungshond. Als Rettungshondstaffel vum Lëtzebuerger Rouden Kräiz kommen mir net nëmmen hei am Land zum Asaz méis duerfir och no Äerdbiewen.

Wisou ass dës Equipe zeréck komm obwuel nach Hëllef gebraucht ginn ass? D’Sich no liewegen Persounen geet an der Regel bis zu 72 Stonnen no engem Äerdbiewen. Dëst ass déi Zäit déi een Mensch an der Regel iwwersteet ouni Waasser an Iessen zousechzehuelen. Zu Haiti gouf 94 Stonnen nom Biewen also méi wéi 20 Stonnen méi spéit wéi am Regelfall vun den Vereenten Natiounen déclaréiert datt d’Operatioun Sichen & Retten ofgeschloss ass, datt d’Chance nach Iwwerliewender ze fannen ganz geréng ass an bal keng Leit méi konnten lieweg ënnert den Trümmer lokaliséiert goufen. Dat heescht fir eis datt eis Missioun ofgeschloss ass an Plaz maachen fir datt déi néideg Hëllefsgidder kennen op d’Plaatz kommen. Et ass awer sou, datt 3-4 Rettungs-équipen, déi just réischt gelant waren, op der Plaatz gehalen gi sinn fir gezielt op vereenzelten Plazen ze sichen. C M


IRONMAN 2010 Ironman, der Traum eines jeden Triathleten und Ausdauersportlers. 3,8km schwimmen, 180 km auf dem Rad und zum Schluss noch einen Marathon laufen. Klingt verrückt ? Ist es auch! Zwei ambitionierte Sportler, Daniel 20 Jahre alt und Michael 24 Jahre alt wollen dieses Ziel erreichen. Dabei verlieren sie die Zeit nicht aus den Augen. Das Wichtigste für die beiden ist aber, dass sie so viel Geld wie möglich sammeln um bedürftigen Menschen zu helfen. Daniel und Michael wollen das Ziel nicht aus den Augen verlieren und eine ansprechende sportliche Leistung an bieten. Dies wird nicht einfach, da die beiden noch Neulinge auf dem Gebiet sind. Sie haben noch nicht viele Triathlon Wettkämpfe bestritten. Das Hauptaugenmerk liegt jedoch auf dem karitativen Zweck des Projektes, da die zwei Athleten mit ihrer sportlichen Leistung Menschen in Not helfen möchten. Sie sammeln pro absolvierten Kilometer Geld. Das heißt, dass jeder Spender eine gewisse Summe pro Kilometer anbietet. Zum Beispiel spendet Lynn 10 Cent pro Kilometer für Daniel. Wenn Daniel nun das Ziel erreicht, hat er 226 km absolviert. So wird Lynn ihm 22,6 Euro überweisen. Es ist jedoch auch möglich, dass ein Sponsor eine gewisse Summe bereitstellt um seine Werbung auf dem Trikot der beiden Sportler zu zeigen.

Das luxemburgische Jugendrotkreuz freut sich auf das Projekt von Daniel und Michael. In allen Betreuungsstrukturen des Jugendrotkreuzes, sei es mit Kindern oder Jugendlichen spielen Bewegungserziehung und Körperbewusstsein eine große Rolle.  So passt es ganz gut zusammen, dass man diesen Kindern und Jugendlichen Vorbilder zeigen kann um sie so zu  motivieren. Konkreter wird die Projektgruppe „Always on the move“ der „Offenen Jugendarbeit“ mit der Spende unterstützt  werden. Ziel ist es, Kinder und Jugendliche die keinen  Zugang zur Bewegung haben an Bewegungsmöglich-  keiten heranzuführen. Zurzeit bereitet sich die Gruppe auf den Nachtmarathon im Mai in Luxemburg vor. Mit dem Geld könnte adäquates Material gekauft werden. Es ist wichtig, sich im Leben Ziele zu setzen, diese mit Herzblut zu verfolgen und sie auch zu erreichen. Daniel und Michael  wollen mit ihrem Projekt zeigen, dass die Jugend zu etwas fähig ist und noch einen Blick für das Sinnvolle im Leben hat. Deshalb : Helft den beiden zu helfen ! J S Weitere Informationen unter : www.strecker.lu/projektIronman

ING Europe Marathon 2010 „The Night Run“ Den 15 Mäi 2010 hunn sech 74 Leefer vun der Croix-Rouge an 84 Leefer vun Deloitte Rendezvous ginn bei der Luxexpo fir zesummen den ING Europe Night Run ze lafen. An dëst net aus eegenem Interessie, mä fir en gudden Zweck. All Kilometer gouf mat 3€ belount an vun Deloitte un d’CroixRouge gestefft.

Laura, Sophie

Wat et den 15. Mee méi no bei 18 h komm ass, wat mäin Puls méi héich ginn ass, ouni och nëmmen ee Schrëtt ze maachen, de Bauch huet ugefaang ze kribbelen, d’Hänn si schweesseg ginn…

Theis, Joelle Steinmetz

Zesummen hunn di 74 Croix-Rouge- an 84 Deloitte-Leefer 2719 km zeréck geluecht an esou 8157€ eran gelaaf ! Mier soen hinnen op deser Plaatz nach emol en groussen Merci fir hiren „Sacrifice“ ! D’Lynn Decker wor eent vun deenen 158 Leefer, an hei säin Bericht iwwert säin Night-Run : „Wow, an der „schwaarzer Well“ sinn ech an e puer Stonnen matten dran … En Dag virum Depart 2010 waren d’Photoen vum Marathon 2009 an der Zeitung an elo wou ech dat mat aneren Aen kucken, hu se mer schon e bëssen den Otem geholl.

Den Summer ass nach net eriwwer an schon gett die nei Saison mat Formatiounen geplangt ! Och daat nächst Joër brauchen mir rem vill motivéiert an gutt präparéiert Monitricen an Moniteuren. En changement bei den Formatiounen steet an d’Haus, et gett keng Formation Aide-Animateur an Animateur mei, mee elo heeschen se Animateur A/B/C/D/E/F/… Dozou speider am Laaf vum Joër méi … Den neien Programm, mat neien Weekender elo hei als Avant-Première! All ons Formatiounen sinn fir den Brevet Animateur B/C ze ereechen. 11-1 11-2 11-3 11-4 11-5 11-6 11-7 11-8 11-9 11-10 11-11 11-12 11-13 11-14 11-15 11-16 11-17

Kenneléierweekend 1 Kreativ Musik an méi... Kenneléierweekend 2 Konflikter an Problemer an der Kolonie Formatiounswoch Animateur B E Kand ewéi en anert Kombiweekend Kleng Spiller Kenneleierweekend 3 Formatiounswoch Animateur B/C Musekstage Hiewdag Alles ma keen Latz Grouss Spiller Spiller an Secherheet beim Schwammen Kooperative Abenteuerspiele

27.-28.11.2010 04.-05.12.2010 08.-09.01.2011 22.-23.01.2011 05.-06.02.2011 19.-26.02.2011 12.-13.03.2011 19.-20.03.2011 26.-27.03.2011 02.-03.04.2011 09.-16.04.2011 20.-23.04.2011 30.04.2011 07.-08.05.2011 21.-22.05.2011 11.06.2011 18.-19.06.2011

Agenda Ons Lait vum Service Team_ Chiara, Ramona,

Team Runners : Laure Lanners, Lis Cloos, Liz

Programme Formation 2010/2011 Animateur d’activités de loisirs B/C

An der Ekippe ass een mi staark, duerfir war ech frou, wéi ech endlech op di aner „Red-Cross-Runners“ getraff sinn. Se waren all e bëssen, oder e bëssen méi, opgereegt. Zesummen si mer Richtung Luxexpo opgebrach. Iergendwann hate mer eis dann och duerch d’Mënschemassen an der Luxexpo gekämpft, de Rucksak war ofginn, lescht Preparatioun getraff, souguer d’Gruppefoto war gemaach… Mir konnten an eisen Startgate trëppelen. Du réischt ass mer opgefall wéi vill Leit eigentlech do wierklech géifen matlafen. Meng Nervositéit war um Héichpunkt. Ech hat trainéiert, mä sinn ech staark genuch fir di 21 km duerchzehalen ? Ech konnt lo schon net méi roueg stoen. Du war et endlech 18 h an de Startschoss ass gefall, d’Stëmmung  ass ëmmer besser ginn. Op eemol sinn di éischt schon op der Strooss laanscht eis gelaf, mir stoungen ëmmer nach. No ganzer 5 Minutten si mir dunn och fir eis Hinterbänkler lass gaang. Meng ganz Opreegung war op eemol wéi ewech gezaubert an ech hu mech just nach drop gefreet endlech dierfen meng MarathonPremière ze maachen. A wéi dat sech ufillt, dat muss du um nächsten Marathon 2011 selwer ausprobéieren.“ Avis aux amateurs ! L D + R P

14.07.2010  Tour de France – Live dobäi Um 9.00 Auer moies den 14 Juli geet et lass! Onsen Peloton vun der Croix-Rouge fir op den Tour de France hun sech op den Wee Richtung Bourg-les-Valence gemaacht. Ab dem 15ten Juli sinn mir dann Live beim Tour derbäi. Iwwert d’Ardèche op Rodez, erof op Quillan an d’Pyrénéen. Vum Tourmalet iwwert Bordeaux. An natierlech den 25ten Juli di grouss Arrivée zu Paräis. Mier wënschen hinnen eng flott an ereegnissraich Vakanz. 12.09.2010  Moniteursfest Och dëst Joer erëm wäerten mir zesummen den Ofschloss vun der Saison feieren. An och dëst Joer wäerten mer onsen bescht bekannten Wanderpokal un déi beschten Equipe iwwereeschen. Wien dëst ass, dat gëtt ewéi all Joer während onsem Fest bei enger neier Disziplin erausfonnt. Deen Beschte Gewënnt ! 5.10.2010  Eischt Hellef Cours Net nëmmen an onsen Vakanzen, mä och soss iwwerall kann een an déi Situatioun kommen déi richteg Gesten mussen unzewennen, an duerfir proposéieren mir am neien Schouljoer en Éischt-HëllefCours, speziell fir ons Moniteuren an Monitricen. Ziel vun engem Éischt-Hëllef-Cours ass et, all Interesséierten Éischt Hëllef ze leieren. Fir dass een am richtegen Moment dat Richtegt mëscht ! Dësen Éischt-Hëllef-Cours fänkt un Dënschdes den 5 Oktober 2010 Dauer : 14 x 2 Stonnen, emmer Dënschdes vun 18.00 – 20.00 Auer Adress : Centre d’Intervention et de Formation des secouristes-ambulanciers de la Croix-Rouge 1, rue de l’Abattoir L-1111 Luxembourg Formateur : Här Jerry AST Oktober 2010  La Panne – d’Sandkaul Et gëtt schon zënter laangen dovunner geschwat an elo soll et endlech souwäit sinn. Wann alles gutt geet dierften d’Baggeren am Oktober den Gaart vun onser Sandkaul beaarbechten ! En ganz neien Amphitheater, eng grouss Wiss fir grouss Spiller sollen ënnert anerem den Charme vun der Sandkaul verbesseren. Elo schon waarden mer mat Spannung drop wei dat ganzt dann dat nächst Joer am Fréijoer wäert ausgesinn.

Team Croix-Rouge - Deloitte Saït 003


Pinnwand

Et wor emol … eng Iddee, keng ewei eng aaner !

Good luck Daniel and Michael

Die beschten Iddeen kommen jo emmer dann, wann een grad net dorunner denkt eng gudd Iddee zeentweckelen! Et solle Lait ginn die souguer bezuelt ginn eng oder die aner Iddee zekreien an an d’Réaliteit emzesetzen. Bei der CroixRouge sinn all Joers erem honnerten vun Käpp dei dempen fir nei Idden zefannen, waat een vun Spiller an Aktiviteiten den Kanner kann ubidden, op am Summer oder am Wanter. An och all Joers erem gelengt desen Challenge op en neies.

Wéi mir schon an deser leschter Editioun erzielt, lafen, schwammen an strampelen den Michel Schenk an   den Daniel Strecker fir en Don fir d’Jugendroutkräiz   ze maachen en Ironman. 3,8 km schwammen,   180 km Vëlo an 42,2 km lafen stinn den 1. August   zu Regensburg um Programm. Mir leiden mat iech, Jongen …

Uakari Trio CD-Release

op den Peloton vum Tour de Suisse zewaarden. An aus der Iddee ass elo en flotten Projet ginn deen den 14ten Juli waert ufänken. D’Hotelen sinn gebucht, den Bus ass prett an ons Participanten waarden op den Start. An wei gaeren wieren dei, dei des Iddee haaten och mat am Bus an geifen op Mende, wou den Laurent Jalabert am Joer 1995 eng Etappe gewonnen huet, oder zu Rodez an der Zeltstadt vum Tour die alldeeglech Inscriptioun an dann den Départ vun der Etape mat erlierwen. Den Highlight waerten awer die 2 Etapen um Tourmalet sinn. Den Tourmalet, den Sommet an den Pyrenäen, deen wahrscheinlech den Tour mat entscheeden waert dest Joer.

Den 9. Juli war déi grouss CD-Release-Party vun Uakari Trio am Melusina. D‘Wierk vum Gewënner vum leschten IntensityBandcontest kann sech wierklech weisen, respektiv lauschteren loossen. Wien CD onbedéngt wëll (wat mir nëmmen kennen empfehlen), kann op www.myspace.com/uakaritrio Kontakt ophuelen.

An dann op Bordeaux an vun do op Pareis wann die grouss Final op der Champs Elysées waert stattfannen.

Dons An den leschten Wochen kruten mir 2 Don‘en iwwerreecht. Den éischten war vun der Associatioun „Aide aux enfants handicapés“ wëll mir all Joer behënnert Kanner mat an eis Kolonien kommen. An den leschten vun der Elterevereenegung vum Lampertsbierg, wou mer den 3ten Juli um Schoulfest gehollef hun.

Ons equipe am Tour de France 2010

En ganz groussen Merci.

Tour de France Den 14. Juli as fir eisen Grupp den Tour de France réischt richteg lassgaangen. Mir wënschen hinnen eng schéin Vakanz an awer och, dass si den Andy Schleck bis zur Victoire ufeieren.

Den Service Vacances plënnert mol rëm … Awer keng Angscht, wäit lafen mer net. No den formidabelen Leeschtungen vum Service Vacances an den leschten Méint, gouf décidéiert, dass et méi en groussen Büro soll gin (6 m2 op 12 m2). Mir wënschen eisem Responsabel vill Spaass an sengem neien Büro, den direkt nieft sengem alen as !

En aneren Challenge woor et des nei Iddee emzesetzen : Waat wier den Tour de France ouni eng Equipe vun dem Letzebuerger Jugendroutkraiz ? Haut, wou des Zeilen geschriwwen ginn ass den Tour zu Breissel ukommen. An mier ginn emmer mei wibbeleg an voller Erwaardungen dem 14tten Juli entgeint. 15 Jugendlech am Alter vun 13 – 16 Joer an 4 Moniteuren sollen ab dem 14ten Juli den Tour de France matfueren. Mam Bus, wuelverstaanen ! Ab Bourg-les-Valence all Daag dem Peloton um henneschte Rad. Wei kann een wuel op esou eng Iddee kommen ? Ganz einfach, et fiert een an d’Bierger mam Camper an setzt den ganzen Daag op engem Campingstull beim waarmen Grill

Hei entstinn Iddien déi d’Welt beweegen ... Ech schwieren ierch, daat nächst Joer ginn esou Iddeen geheimgehaalen! An nei Iddeen sammelen waerten mer dann am Camper, um Wee duerch d’Alpen an op der Sich no enger gudder Plaatz wou mer den Grill kennen auspaaken an natierlech op den Peloton vum Tour de France waarden. Ierch allen nach vill Spaass beim Iddeen sammelen an eng flott Vakanz mat den Kanner an den Kolonien. R P

Moniteursfest No Mini-Golf, Völkerball an Fussball sichen mir och dëst Joer rëm no enger Aktivitéit fir eist Moniteursfest. Schliisslech mussen mir den Wanderpokal rem lass ginn. Proposen kënnt dir op formation@croix-rouge.lu eraginn.

WWM-Wëssen Rechent een all d‘Mënschen zesummen, di jeemools op der Welt gelieft hunn, ergëtt dat eng d’Zomme vun 107 Milliarden. Aktuell liewen ronn 6,6 Milliarden Mënschen op der Welt.

Sproch vum Mount : Lift... Zum Erfolg gibt es keinen tzen... Man muss die Treppe benu Emil Oesch

WWM-Wëssen 2 Sou heeschen déi Leit richteg : Bart Simpson  Bartholomew Jojo Simpson

Zuel vum M

oment :

149 Monitricen an

Moniteuren fueren dese n Summer m at der Croix -Rouge an d’Vakan zen.

Wolfgang Amadeus Mozart  Johannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus Mozart Pippi Langstrumpf  Pippilotta Viktualia Rollgardina Pfefferminz Efraimstochter Langstrumpf Luis Figo  Luis Felipe Madeira Caeiro Figo

IMPRESSUM Read and Talk About ass en Magazin vum Jugendroutkräiz 10, Cité Henri Dunant L-8095 Bertrange / Tel : 31 98 74 482 / E-mail : formation@croix-rouge.lu Comité de rédaction : Joelle Steinmetz (JS), Laura Zieser (LZ), Claude Martini (CM), Patrycja Sobolewska (PS), Daniel Schneider (DS), Andreas Tarrach (AT), Nuno Dos Santos (NDSI), Pascal Lucas (PL), Romain Peters (RPI), Pascal Schiltz (SP), Jerry Fellens (FJ), Gilles Dhamen (GD) Responsabel : Comité Jugendroutkräiz Layout : Alternatives Communication Impression : Imprimerie Faber Photos : Data CRJ, Fotolia

Saït 004

Read & talk about nr16 2010  

Read & talk about nr16 2010 _ Magazin vum Létzebuerger Jugendroutkräiz

Read more
Read more
Similar to
Popular now
Just for you