Caritas Sozialalmanach 2020 "Schwéierpunkt: Vieillissement"

Page 81

Nieft der Qualitéit vun de Strukturen an der Betreiung gesäit d’Gesetz och eng Partie aner Mesurë fir, mat deenen den Alldag vun den eelere Leit an de Strukturen nach soll verbessert ginn. Esou sollen d’Bewunner vun engem Alters- oder Fleegeheem ee méi grousst Matsproocherecht kréien a gehéiert ginn, wann et em hiert Wuelbefanne geet. Et ass och virgesinn, datt 40% vum Fleegepersonal net nëmmen eng Formatioun musse maachen am Beräich vun der palliativer Fleeg, mee och eng psycho-geriatresch Formatioun. Zousätzlech soll d’Personal op d’mannst zwou vun den administrative Sproochen – dorënner Lëtzebuergesch – kënne verstoen a schwätzen. Am Sënn vum Konsumenteschutz soll och um Internet ee Regëster geschaaft ginn, an deem d’Träger d’Präisser vun den Zëmmeren, den abegraffene Leeschtungen an den Zousazleeschtunge mussen oplëschten, fir esou de zukünftege Bewunner an hire Familljen ee Maximum un Transparenz ze garantéieren. Dëst si just puer vun de Mesuren aus dem ASFT-Text, mat deene garantéiert soll ginn, datt déi eeler Leit een informéierte Choix kënnen treffen an sech och am Alter gutt versuergt spieren. Nieft dem Choix wou a wéi ee liewe wëll am Alter, gehéiert och de ganz perséinleche Choix iwwer säi Liewensenn. Dacks ass den Dout nach en Tabuthema mee d’Liewensenn ass e wichtege Sujet, an et muss all Eenzelem iwwerlooss ginn, wéi en aus dem Liewe well austrieden. D’Regierung ënnerstëtzt d’Recht op Euthanasie a Palliativfleeg a wäert dëst weider fërderen duerch d’Ëmsetzung vun engem nationale Plang. Dobäi ass net nëmmen d’Begleedung vun der Persoun déi um Stierwen ass wichteg, mee och den Encadrement an d’Begleedung vun der Famill an / oder de Matbewunner. Eng inklusiv Gesellschaft ze hunn, heescht och de Matmënschen déi néideg Mëttelen ze ginn, fir kënnen aktiv a selbstbestëmmt um soziale Liewen deelzehuelen. Eis Gesellschaft funktionéiert ëmmer méi digital an duerfir muss d’Regierung dofir suergen, datt all Altersgrupp iwwer déi néideg Kompetenze verfüügt, fir déi nei Technologië kënnen effikass ze benotzen. Dat gëllt besonnesch fir déi eeler Generatioun, déi net mat Computer a Smartphone opgewuess ass an elo muss léieren, wéi een domat ëmgeet. Am geplangten Digitalisatiounsplang soll duerfir de Fokus och besonnesch op déi eeler Matmënsche geriicht ginn. Déi eeler Leit sollen iwwer intergenerationell Computercourse mat den neien Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië vertraut gemaach ginn an et sollen ënner anerem och senioregerecht Plattformen ageriicht ginn an d’Vernetzung vun den eelere Leit iwwer Plattforme gefërdert ginn. Et geet awer net nëmmen duer ze wëssen, wéi een déi digital Mëttele benotze kann, mee et muss een och léieren an der digitaler Welt net beduckst ze ginn. Eng wichteg Initiative sinn hei d’Silver Surfer, déi zanter 2014 vum Staat an Zesummenaarbecht mat BEE SECURE, der Asbl Senioresécherheetsberoder an dem Service RBS-Center fir Altersfroen ënnerstëtzt 79


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.