Page 1

bulli

Wanter 2015

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Virwuert

Foto: Eric Gonderinger

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, et freet mech, iech hei déi véiert a lescht Editioun vum Bulli am Joer 2015 kënnen ze presentéieren. Wéi ëmmer huet de Comité an de leschte Méint nees eng ganz Rei interessant Aktivitéiten a Visiten organiséiert, iwwert déi dir op den nächste Säiten e bësse méi gewuer wäert ginn. Bal schonn traditionell war d'ANEIL natierlech och dëst Joer nees mat enger staarker Delegatioun op der REEL zu Tréier vertrueden an huet vun dësem eenzegaartegen Event am Studentekalenner profitéiert, fir och e bësse Reklamm fir eise Veräin ze maachen an eng ganz Rei nei Memberen ze rekrutéieren. Heibäi bleift besonnesch eise legendäre Pabeierfliger-Contest ervirzehiewen, wou mir e Faass Béier fir den talentéiertste FligerIngenieur spendéiert hunn. Dës Initiativ ass bei de REELaner ganz besonnesch gutt ukomm an huet och fir eng gutt Stëmmung gesuergt. De Weekend an der Mëtt vum Mount November ass schonn zënter e puer Joer ee ganz wichtegen Termin am Kalenner vun der ANEIL, well mir dann traditionell op der Foire de l'Étudiant an der Luxexpo vertruede sinn, an do da probéieren, deen een oder aneren interesséierte Schüler vun eiser villsäiteger Studierichtung z'iwwerzeegen. No deem groussen

Virwuert

Erfolleg dee mir déi lescht Joer schonn domat haten, hu mir et och dëst Joer nees fäerdeg bruecht, op der Schülerfoire en 3D-Printer virzestellen, deen déi zwee Deeg iwwer verschidde Gadgete live op der Plaz produzéiert huet. An dësem Kontext well ech ganz besonnesch eisem fréiere Comités Member Michel Schon nach eng Kéier villmools Merci soen, datt hien eis säi privaten 3D-Drucker zur Verfügung gestallt hat, an natierlech och eng wäertvoll Hëllef bei der Informatioun vun de Schüler war. E weidere Merci geet un d'Firma FANUC Robotics, déi eis och dëst Joer nees en Demonstratiounsroboter iwwerlooss hat. Och domat hate mir eng ganz Rei Leit kënnen ulackelen. Alles an allem war d'Foire, genee wéi déi Joere virdrun, och dëst Joer nees e grousse Succès. Mir hoffen doduerch an den nächste Joere vill nei Memberen an d'ANEIL ophuelen ze kënnen. No engem flotten Owend am Choco, ass et du Samschdes Moies mat enger vum Bureau Schroeder & Associés organiséierter Visite um Chantier vum neie Funiculaire bei der Rouder Bréck um Kierchbierg weidergaangen. Nodeems mir an enger klenger Introduktioun eng Partie Informatiounen iwwert dat zukünftegt Verkéierskonzept vu Lëtzebuerg kritt haten, hate mir dunn d'Geleeënheet zu Fouss déi géi Pente erofzegoen an eis de Chantier vun no unzekucken. Duerno haten eis Memberen nach d'Méiglechkeet den Tram-Container virun der

bulli Wanter 2015 l 3


Philharmonie kennen ze léieren an do e bëssen iwwert de Projet Tram gewuer ze ginn. No der Visite si mir an de Forum da Vinci gaang, wou de Prix ENOVOS - e Förderpräis fir besonnesch gutt Masteraarbechten am Ingenieursberäich - un d'Laureate vun dësem Joer iwwerreecht ginn ass. Op dëser Plaz nach eng Kéier eis Felicitatiounen un all déi priméiert Lauréaten. En décke Merci un d'Fondatioun ENOVOS an un d'Fondation de Luxembourg fir hiert héich appreciéiert Engagement, dass si dës besonnesch Leeschtunge mat engem Präis vun 2.500 € honoréieren.

An eisem leschten Artikel fann dir en Interview mat 2 Ingenieuren déi bei der CERATIZIT schaffen, si erzielen eis firwat si an dem Betrib schaffen a wat hir Aufgaben do sinn. Zum Schluss well ech dann och nach all eise Membere Merci soen, déi dat ganzt Joer iwwer bei eise verschiddenen Aktivitéite matgemaach hunn, an hoffen, dass och eis nächst Eventer weiderhin sou gutt besicht wäerte sinn. Op dëser Plaz well ech dann e bësse Reklamm fir eis lescht Visite vum Joer maachen: an zwar bei der SEBES zu Esch-Sauer

Foto: Charly Huberty

Wéi mir et schonn am leschte Bulli ugekënnegt haten, ass et eis dëse Summer, aus verschiddene Grënn, leider net gelongen e Summerevent z'organiséieren. Dofir hu mir dunn decidéiert, am Plaz vum Summerevent d'Konzept vun engem Hierschtevent auszeprobéieren. Iwwert e ganzen Dag verdeelt hu mir eise Membere verschidden Industrievisiten aus de Beräicher Maschinnebau a Verfahrenstechnik ugebueden. Lass gaang ass et mat der Visite vun der Carosserie Roemen zu Kielen, ier mir duerno d'Geleeënheet hate fir eis d'Maintenance-Hale vun der CFL unzekucken. Am spéiden Nomëtteg ass eisen Tripp weider a Richtung Rëmeleng gaang, bei d'Firma CIMALUX, wou mir eng Visite guidée duerch d'Klinckeranlage gemaach hunn, ier mir zum Schluss nach e Patt zum Beschte ginn hunn. Och wann d'Participatioun opgrond vun de villen Evenementer am November dës Kéier e bësse méi niddreg war wéi gewinnt, hunn d'Participanten awer trotzdem e flotten Dag erlieft mat ganz interessante Visite.

an och fir eis Assemblée Générale, déi mir de 27. Dezember am Forum da Vinci wäerten ofhalen, wou natierlech all eenzele Member häerzlech agelueden ass. Jiddereen, dee fir d'nächst Joer eng Tâche am Comité wëllt iwwerhuelen, soll sech sou séier wéi méiglech bei engem Comitésmember mellen oder seng Kandidatur u contact@aneil.lu schécken.

D'Myriam Olinger war am August am Nepal fir, no dem schwéieren Äerdbiewen am Abrëll, beim Remopbauen eng Hand mat unzepaken. Hat gëtt eis en Abléck an déi momentan Situatioun dohannen a wéi hat duerch e puer Spenden de Leit weiderhëllefe konnt.

Am Numm vum ganze Comité wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum Bulli, schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'Joer 2016 !

4 l bulli Wanter 2015

Fir deen aktuelle Comité ass dogéint elo d'Zäit komm, fir de Veräin an d'Hänn vun enger neier Equipe z'iwwerginn. Fir mech selwer ass dann och elo, no zwee Joer Presi an no insgesamt dräi Joer am Comité, d'Zäit komm, fir mat enger klenger Tréin am Knäpplach menger Studentenzäit Äddi ze soen. Ech kann haut, wann och mat e bëssen trauregen An, awer op eng ganz flott Zäit zeréckkucken, déi ech mat iech zesummen an eisem Veräin erlieft hunn. An ech sinn dervun iwwerzeegt, dass och déi nächst Comités-Generatiounen de Veräin mat genee sou vill Succès wäerte leeden a weiderféiere wéi mir dat an de leschte Joere gemaach hunn.

äre Presi Phons

Virwuert


D’Association Luxembourgeoise des Ingénieurs (ALI), mat där mir säit Joeren zesumme schaffen, huet mat der ALIAI an tema.lu zu der Association da Vinci fusionéiert. Hei drënner fënns du den offzielle Communiqué de Presse vum 28.09.2015. Als Member vun der ANEIL bass du domat Membre Agrégé vun der neier Associatioun, wéi dat och scho bei der ALI de Fall war.

Association da Vinci

Le monde des ingénieurs sur sa nouvelle lancée.

Le monde des ingénieurs des différents métiers, les architectes, les scientifiques et les industriels se regroupent dans une association sans but lucratif unique, notre nouvelle Association da Vinci. Les développements et évolutions socio-économiques du pays au cours des dernières décennies ont profondément changé les métiers que nous représentons. Il fallait donc revoir et reconstruire les structures des associations qui représentent et défendent les intérêts de nos membres. Un premier pas fut fait récemment avec la construction de notre nouvel immeuble commun, le Forum da Vinci, au boulevard Grande-Duchesse Charlotte à Luxembourg, une des artères principales à l’entrée de la Ville. Le défi que représentait la construction de notre immeuble a témoigné de la solidarité remarquable entre tous les partenaires du projet: -

L’ALIAI (Association Luxembourgeoise des Ingénieurs, Architectes et Industriels); L’ALI (Association Luxembourgeoise des Ingénieurs); Tema.lu (Technology Managers Luxembourg); L’OAI (Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils).

Réunis sous le toit de notre Forum, il est apparu rapidement que pour gagner en efficacité, pour créer des synergies et surtout pour améliorer notre visibilité vers l’extérieur, il fallait aussi nous reconstruire en une nouvelle Association. C’est ainsi que l’ALIAI, l’ALI et Tema.lu ont décidé d’abandonner leurs anciennes structures et de créer ensemble l’Association da Vinci. Les liens étroits existant entre l’ALIAI et l’OAI nous ont incités à associer l’OAI et ses membres à cette nouvelle Association. Tous défendent un objectif commun, à savoir celui de renforcer la place de la Science et de la Technologie dans la société et de promouvoir les métiers respectifs, en particulier celui de l’ingénieur. La nouvelle Association sera dirigée par un conseil d’administration sous la Présidence de Monsieur Marc Solvi.


Iwwersiicht Virwuert3 Fusioun daVinci Comité 2015 Visite vum ArcelorMittal Wierk Belval Visite vum „Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal“ Hierschtevent Foire de l‘Etudiant 2015 Prix Enovos 2015 REEL Tréier 2015 D‘Myriam hëlleft beim Remopbau am Nepal Als Ingenieur bei der CERATIZIT schaffen Réckbléck 2015 Invitatioun op eis Assemblée Générale

5 8 10 14 18 24 30 34 42 48 52 54

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Anouk Godelet Redakteren: Daniel Collignon Carlo Damit Anouk Godelet Eric Gonderinger Benny Huberty Jerry Huberty Lou Linster

Laurent Oestreicher Myriam Olinger Michel Reisch Christophe Steines Michel Sun Johann Winkel

Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover n-lab architects © Bohumil KOSTHORYT www.boshua.lu Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 380 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

6 l bulli Wanter 2015


Comité 2015 Eric Gonderinger

Tom Steichen

Oochen Maschinnebau & Wirtschaftswissenschaften

Oochen Bauingenieur

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

+352 621 78 62 65 ++49 151 28 30 02 65

Eric.Gonderinger@aneil.lu

Tom.Steichen@aneil.lu

Michel Faltz

Luc Theisen

Oochen Bauingenieur

München Bauingenieur

+352 621 28 66 62 +49 241 46 37 17 754

+352 691 69 47 31 +49 151 64 50 49 78

Michel.Faltz@aneil.lu

Luc.Theisen@aneil.lu

Venant Pirrotte

Dennis Hövelmann

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik

+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76

+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel Sun

Sebastian Schumacher

Kaiserslautern Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 691 79 54 75 +49 179 85 91 03 53

+352 661 23 12 14 +49 157 51 57 13 99

Michel.Sun@aneil.lu

Sebastian.Schumacher@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Visites & Relations Publiques

Responsable Information

8 l bulli Wanter 2015

Vice-Président & Information

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

Comité 2015


Anouk Godelet

Responsable Partenaires & Publications

Responsable Foire

Frankfurt Architektur & Energieeffizientes Bauen

Oochen Maschinnebau

+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39

+352 691 69 08 67 +49 174 437 030 4

Anouk.Godelet@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Michel Bichler

Luc Lanners

München Bauingenieur

Freiburg Embedded Systems Engineering

+352 691 61 78 61 +49 152 582 152 84

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

Michel.Bichler@aneil.lu

Luc.Lanners@aneil.lu

Charly Huberty

Max Schmitz

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

Zürich Maschinnebau

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

Charly.Huberty@aneil.lu

Max.Schmitz@aneil.lu

Responsbale Table Ronde

Coopté Photographie

Comité 2015

Michel Reisch

Site Internet

Coopté Publications

bulli Wanter 2015 l 9


Visite vum ArcelorMittal Wierk Belval 30.10.2015 | Esch-Belval

Fotoen: Charly Huberty

Freides den 30. Oktober 2015 hu mir eis zu EschBelval getraff fir eng Visite vum Stolhiersteller ArcelorMittal ze maachen. Ugefangen hu mir eis Visite mat engem klenge Virtrag. Hei krute mir d‘Geschicht vun ArcelorMittal an de Standuert Belval erklärt. Dës Weidere krute mir erklärt wei eng Gamme vu Produiten op deenen eenzelne Site wéi Belval, Déifferdeng, Rodange a Schëffleng haut nach hiergestallt ginn. D‘Geschicht vum Site Belval
 Am Joer 1909 gouf mam Bau vun engem vun den modernsten Stolwierker vun der deemoleger Zäit zu Belval ugefang. Am Ufank wor et virgesinn dass hei 8 Héichiewe sollte gebaut ginn, schlussendlech waren et der awer just 6. Tëscht 1965 a 1979 gouf d‘Stolwierk ëmgebaut a moderniséiert. Déi 6 Héichiewe goufe komplett ofgerappt a sinn duerch 3 nei Héichiewe mat méi héije Produktiounskapazitéiten ersat ginn. Am Joer 1993 ass dunn den éischten Elektrouewen a Betrib gaangen a no a no sinn déi dräi Héichiewen ofgeschalt ginn. 4 Joer méi spéit, also 1997, ass dunn de leschten Héichuewen zu Lëtzebuerg ofgeschalt ginn an domatten ass eng Ära op en Enn gaang. Vu dësem Zäitpunkt un, huet ArcelorMittal hire Stol nëmme méi nach iwwer en

10 l bulli Wanter 2015

Elektrouewen hirgestallt. Mee Gottseidank sinn eis déi 2 Héichiewen A a B vum deemolege Wierk vun 1965 an 1970 erhale bliwwen. Sou besteet haut nach d‘Méiglechkeet d‘Relikte vun de leschten 2 Héichiewe vu Lëtzebuerg besiichtegen ze goen. Si sti symbolesch fir “Stad vu de Wëssenschaften” zu Esch-Belval a si lo schonn net méi ewech ze denken. Den drëtten a leschten Héichuewen ass ofgebaut ginn a dunn nees komplett an der chinesescher Provënz Yunnan opgebaut ginn an ass bis haut nach do a Betrib. Dee méi techneschen Deel 
 Haut gëtt um Site en Elektrouewebedriwwen, e sougenannte “Lichtbogenelektroofen”. Leider war et aus Sécherheetsgrënn a wéinst der Gréisst vun der Grupp net méiglech deen am Betrib kucken ze goen. Den Haaptënnerscheed vum Elektrouewen zum Héichuewen ass, dass fir d‘Produktioun vu Stol keen Eisenäerz méi als Matière Première mee Stolschrott verwennt gëtt, deen ageschmolt gëtt. De Schrott deen ArcelorMittal fir d‘Produktioun vu senge Stolproduite brauch, gëtt vu verschiddene Zouliwwerer op hire Site per Zuch oder Camion bruecht. Uschléissend gëtt de Stolschrott op onerwënschte Niewestoffer kontrolléiert, z.B.

Visite vum ArcelorMittal Wierk Belval


Nous sommes fiers de ce que nous avons accompli et de notre esprit d'entreprise, qui nous ont permis de devenir leader dans nos secteurs d’activité. Ainsi, nos aciers Histar® made in Differdange sont intégrés dans la charpente du Bow, le plus haut gratte-ciel de Calgary et le plus grand bâtiment en structure acier de l’Ouest du Canada.

C'est nous

http://luxembourg.arcelormittal.com

© Foster&Partners / Terri Meyer Boake

Leadership


Gasfläschen, Koffer oder radioaktiv Stoffer. Duerno ginn d‘Bevorratungsbehältere mat verschiddene Schrottqualitéite gemixt a gefëllt. Dorops hinn gëtt de Schrott mat Hëllef vun engem Kran aus de Behälteren an den Elektrouewe geschott. De Gleichstroumelektrouewe vun ArcelorMittal um Site Belval huet e Fassungsverméige vu 165 Tonnen. Dat heescht, et kënne bis zu 165 Tonne Schrott an enger Charge mat Hëllef vu 1.200.000 Ampèren ageschmolt gi wouvun 155 Tonnen als flëssege

suergt. Duerno gëtt de flëssege Stol op “d‘Coulée Continue“ bruet. “D‘Coulée Continue” ass eng Fertegungstechnik bei der Stolhirstellung a gëtt och nach als “Stranggießen” bezeechent. De flëssege Stol gëtt an engem Verdeelerbauwierk gegoss vu wou aus de Stol iwwer en Geißrouer da Semi-kontinuéierlech op e Strangféierungssystem ofgéisse gelooss gëtt. Beim Verloosse vum Verdeelerbauwierk gëtt de flëssege Stol gläichzäiteg ofgekillt, sou entsteet dann e Stolstrang deen no enger gewësse Längt mat Hëllef vun automatesche

Foto: Johan Winkel

Stol gewonne ginn. Déi aner 10 Tonnen si Schlak, déi als Nieweproduit beim Aschmëlze vum Schrott entsteet. Dës Schlak gëtt aus dem Elektrouewen an eng Aart Opfangbehälter ofgelooss wou se da mat Waasser ofgekillt gëtt. De Schlakerescht gëtt vun enger Firma ofgeholl a kann an der Bauindustrie, zum Beispill am Stroossebau, verwäert ginn. De flëssege Stol gëtt dann a Géissbehältere gegoss, a sougenannte “Pochen“ wou de flëssege Stol dann op seng chemesch Qualitéit wei Kuelestoffa Phosphorgehalt ënnersicht gëtt. Kuelestoff a Phosphor si bedéngt erwënscht am Stol, well bei ze héijem Gehalt de Stol sprock gëtt. No dësem Schrëtt kënnen dann nach, jee no de Bedürfnisser vu de Clienten, Zousazstoffer sougenannte Legierungselementer (z.B Chrom a Molybdän) zoudoséiert ginn. Chrom a Molybdän erhéijen ënnert anerem d‘Zugfestegkeet vum Stol. Fir dass eng perfekt Vermëschung vun den Zousazstoffer mat dem flëssege Stol geséchert ass, gëtt Argon (inerte Gas deen net mam Stol reagéiert) iwwer eng Abloosvirrichtung aus feierfestem Material ageblosen. Duerch d‘Ablose vun Argon gëtt eng Stréimung induzéiert déi fir eng gutt Duerchmeschung

12 l bulli Wanter 2015

Foto: Charel Roemen

Brenner ofgeschnidde gëtt. De Stolstrang ass bannen dran nach flësseg, just baussen huet sech duerch d‘Ofkillen eng Aart fest Haut vun e puer Zentimeter gebilt. Fir eng weider Verfestegung muss de Strang dofir nach weider ofkille gelooss ginn bis en weiderverwennt ka ginn. De Site vun ArcelorMittal Bei der Visite vun hirem Site konnte mir ënnert anerem déi sougenannte “Strooss 2” besiichtegen. Op dëser Walzstrooss stellt ArcelorMittal seng „Palplanchen“ hier, déi mir a Betrib gesinn hunn an eis doduerch e Bild maache wéi d‘Palplanchen hirgestallt ginn. Hei zu Lëtzebuerg um Site Belval gi ronn een Drëttel un der Weltproduktioun vu de Palplanchen hiergestalt. Dëst ass och weltwäit déi eenzeg Produktiounsstrooss déi permanent op enger Strooss nëmme Palplanchen hierstellt. ArcelorMittal ass an der Produktioun vu Palplanchen e Global Player. Duerch stänneg Weiderentwécklungen a Forschung gëtt versicht ëmmer nei a besser Palplanchen hierzestellen. Fir d‘Produktioun vun de Palplanche benotzt ArcelorMittal sougenannte „Beam Blanks“ déi um Site Déifferdeng hiergestallt ginn a dann um Site

Visite vum ArcelorMittal Wierk Belval


Foto: Charly Huberty

Belval duerch d‘Walzwierker zu Palplanche gewalzt ginn. Als éischt gi „Beam Blanks“ an engem Uewen opgehëtzt, fir déi richteg Temperatur z‘erreechen ier si gewalzt kenne ginn. Dëse Walzprozess bréngt natierlech och e Verschleiß mat sech. Pro 1000m gewalzte Stol verléiere d‘Walzen ±1mm u Profil. D‘Konsequenz dovunner ass, dass no enger gewësser Zäit d‘Walzen net méi gebraucht kënne ginn well hiert d‘Walzprofil ofgenotzt ass. Ass dëst de Fall, kommen déi onbrauchbar Walzen zesumme mam Schrott an den Elektrouewen a ginn ageschmolt. Fir déi verschidde Gamme u Palplanchen hierstellen ze kënnen, brauch een ënnerschiddlech Walzprofiler. Dës gi jee no Aart vu der Produktiounsgamme da virdru gewiesselt. Fir d‘Wiessele vu de Walze ginn 2-3 Stonne gebraucht, duerno kann nees produzéiert ginn.

strooss TMB kucke gaang wou ca. 2000-3000 Tonne Liicht- a Mëtellstolprodukter pro Dag hirgestallt ginn. Op der Strooss 2, ginn an engem Dag ronn 1000-1200 Tonne Palplanche hiergestallt. D‘Gesamtkapazitéit vum ArcelorMittal Wierk zu Belval léit bis zu 4000 Tonnen/Dag. Ënnert dem Stréch kann een also soen, dass dëst eng ganz flott an ofwiesslungsräich Visite war. Engersäits hu mir e bëssen iwwer d‘Geschicht vum Site Belval a sengem Stolwierk bäigeléiert an zum aneren ass och den technesche Volet wéi Stol hiergestallt gëtt net ze kuerz komm. Auteuren: Daniel Collignon, Johan Winkel

E puer Zuelen Am Mount falen um Site Belval ronn 70008000 Tonnen interne Schrott un, zB ofgenotzte Walzprofiler, Offallprodukter, Trägere bei deenen d‘Moossen oder Qualitéit net passen, deen nees ageschmolt ka ginn. Um Schluss si mir nach d‘Mëtteleisenproduktiouns-

Visite vum ArcelorMittal Wierk Belval

bulli Wanter 2015 l 13


Visite vum „Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal“ 14.11.2015 | Kierchbierg

Fotoen: Anouk Godelet

Visite vum Chantier De 14. November huet d’ANEIL zesumme mat hirem Partner, dem Bureau d’études „Schroeder et Associés“ eng Visite vum Projet „Arrêt KirchbergPfaffenthal“ organiséiert. An Zäite vun enger Croissance vum motoriséiertem Trafic wou et ëmmer méi Staue op onse Stroossen ginn, ass dëse Projet en Deel vun der Lëtzebuerger Regierung hirer nohalteger Mobilitéit, kuerz„MoDu“. De Chantier vun dësem Mega-Projet huet am Dezember 2014 ugefaang mat Rodungsaarbechten. Um Kierchbierg an am Pafendall gëtt d’Stad Lëtzebuerg duerch e groussen Emsteigepol erweidert. Ënnert der „Rouder Bréck“ gëtt e neien Arrêt fir den Zuch gebaut wou an Zukunft d’Zich aus dem Norden an dem Süden stoe bleiwe wäerten. Vun hei aus kënnen d’Leit aus dem In- an Ausland, déi um Kierchbierg schaffen, hier Aarbechtsplaz per Funiculaire ganz einfach a komfortabel areechen. Déi 40 Meter Héichtenënnerscheed vum „Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal“ bis erop op de Plateau Kierchbierg gi mat 2 „Funiculairen“ iwwerbréckt. Dës 2 Seelbunne à 2 Kabinne fuere parallel a kënnen zesummen eng maximal Kapazitéit vu 6000

14 l bulli Wanter 2015

Persoune pro Stonn a Richtung transportéieren. Bei enger Dauer vun nëmmen 63 Sekonne vir déi 40 Héichtemeter z’iwwerbrécken, bidden si den Avantage, dass et net zu grousse Waardezäite komme wäert. Dëst Konzept gëtt ee vun de grousse „GameChanger“ an der Stad Lëtzebuerg, deen an e puer Joer zum Alldag gehéiere wäert. Den Arrêt bidd net nëmmen den Avantage vun der Seelbunn déi d’Passagéier op de Kierchbierg bréngt, mee och dass ee vun dësem Arrêt aus weider mat dem Tram a Richtung Lampertsbierg oder Luxexpo fuere kann. Pro Stonn wäerte 6 Zich, als Durchbannung iwwert d’Stater Gare, op dem „Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal“ halen. Souwéi 6 Zich aus dem Norden, also am Total 12 Zich pro Stonn. Éischte Berechnungen no, wäert een aus dem Süden, Osten a Westen vum Land minimum 6 Minutte beim Trajet op de Kierchbierg spueren, aus dem Norden souguer bal 15 Minutten, well een net méi bis op d’Gare Lëtzebuerg duerch den Zentrum fuere muss, wat d’Attraktivitéit fir den ëffentlechen Transport (Bus, Tram, Zuch) steigert. An enger éischter Bauphase goufe Beem an déi

Visite vum „Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal“


iewescht Buedemschichten op enger Fläch vun 1,5 ha ofgedroen. Vir d‘Zerstéierung vun dëse Beem ze kompenséieren, goufen 1,4 ha nei Beem an der Gemeng Réiser ugeplanzt. Nom Bau wäerten nach 0,17 ha Beem op der iwwerdeckter Fläch vum Projet ugeplanzt ginn.

E grousse Merci op dëser Plaz un de Bureau d’études Schroeder et Associés fir déi interessant Visite. Auteur: Laurent Oestreicher

Wéinst de Bauaarbechten ass déi aktuell Zuchstreck laanscht de Pafendall op enger Spuer gespaart. Déi aktuell Zuchstreck bréngt puer Schwieregkeete

Fotoen: Charly Huberty

mat sech: z.B. kënnen d‘Aarbechten direkt nieft de Schinnen nëmmen op Deeg ausgefouert ginn, wou keen Zuchtrafic ass (d’Zuchstreck Lëtzebuerg – Dummeldeng gëtt duerch Busnavetten asaat). Dobäi kennt, dass d‘Schinnen am Regelbetrib souwéi während de Spärungen de ganzen Zäit mat Hëllef vun enger automatescher Moossstatioun mussen iwwerwaacht ginn vir méiglech Impakter (Setzungen, Verschibungen, etc), ausgeléist duerch Bauaarbechten, direkt ze erkennen an ze mellen. Am Pafendall gi momentan Verankerunge gesat vir d‘Maueren ze verstäerken. Ausserdeem sinn déi éischt Fondatioune vum Arrêt scho gegoss ginn. An enger nächster Etape wäert ab September 2016 den Arrêt selwer gebaut ginn, wou op Basis vun enger Stole Constructioun gebaut gëtt. Enn 2017 wäert d’Seelbunn déi éischte Kéier fueren. 2020 soll dës als en Deel vun der Strategie „MoDu“ funktionéieren, wou et drëms geet den ëffentlechen Transport ze förderen. Ausserdeem soll den Uschloss un aner europäesch Schinnenetzer verbessert gin, vue dass och de Kierchbierg de Sëtz vu villen europäeschen Institutiounen ass.

Visite vum „Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal“

Informatiounspavillon Tram No eiser Visite vum Chantier si mir an den Informatiounspavillon vum Tram gaang, deen nierft der Philharmonie steet. An dësem Pavillon kritt een op engem vun de längsten Touch-Screen Bildschiermer aus Europa op eng interaktiv Manéier eng hell Wull un Informatiounen iwwert den Tramsprojet gewisen. Nieft Informatiounen iwwert déi geplangte Strecken, agesatem Zuchequipement, d’Verännerung vum Stadbild, etc., gëtt awer och Wäert geluecht, de Bierger de Sënn vum Tram verständlech ze maachen. All d’Detailer zu dësem Projet ze nennen, géing den Ëmfang vun dësem Artikel sprengen. Dofir sollt jiddereen deen interesséiert ass, selwer eng Kéier bis an de Pavillon kucke goen, fir sech e Bild vun dëser interessanter Informatiounsméiglechkeet ze maachen. Auteur: Michel Reisch

bulli Wanter 2015 l 15


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous parler lors de la REEL ou d’autres événements similaires. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


Sélection d’inaugura tions de nos proj ets en 2015 Nordstrooss N7 Inauguration le 23 septembre 2015

Zone de rencontre/Shared Space, Bertrange Inauguration le 25 septembre 2015

Maison Relais, Hosingen Inauguration le 27 juin 2015

Contournement de Junglinster Inauguration le 18 septembre 2015

Photo : Laurent Koob

Bâtiment administratif CSSF, Luxembourg Inauguration le 27 novembre 2015

Photo : Laurent Koob

Château d’eau, Berdorf Inauguration le 2 avril 2015

Centre Sportif René Hartmann, Dudelange Inauguration le 6 novembre 2015


Hierschtevent | Carrosserie Roemen 20.11.2015 | Kielen

Fotoen: Charly Huberty

Den 20. November um 9:00 hu mir eis zu Kielen an der Industriezone getraff fir d’Carrosserie Roemen kucken ze goen - dëst war eis éischt Statioun um Hierschtevent. Wéi d’Grupp bis vollstänneg war, huet de Charel Roemen eis mat a säi Familljebetrib geholl fir eis puer Anéckdoten zur Geschicht vun der „Carrosserie Roemen“ ze erzielen a wéi de Betrib zu dem ginn ass, wat en lo ass. Zu hiren Haaptaufgabe gehéieren d’Opbaute vu Gefierer (Camion, Camionnetten, etc.) aus verschiddene Beräicher. Si verbauen Hebebühnen, Systemer fir Oofrullcontainer, Kraner a villes méi. D’Cliente kommen aus deene verschiddenste Beräicher z.B. Transport, Liewensmëttelhandel, Gemengen oder Baubetriber. Den Oflaf vun enger folgendermoossen aus:

Commande

regléiert, getest an ofgeholl ginn ass - kritt de Client säi Gefier zäitgerecht geliwwert. Nodeems mir dunn all Statioune gewise kruten, huet de Charel all eis Froe beäntwert an huet eis matgedeelt dass si momentan eng Bachelor- oder Projektaarbecht am Beräich Hydraulik an hirem Betrib ubidden. Dobäi soll d‘Wanterdingschthydraulik käschteméisseg optimiséiert ginn an op den intensive Gebrauch am Wanter opgepasst ginn. No dëser interessanter Visite si mir op Bouneweg Iesse gaang, ier mir duerno weider op déi 2. Visite mat CFL gaange sinn. Op dëser Plaz wollt ech dem Charel Merci soen dass hien eis en Abléck a säi Familljebetrib erméiglecht huet.

gesäit Auteur: Christophe Steines

De Client bréngt ee „plakescht“ Gefier bei si an de Betrib a seet wat hie gären hätt. Da gëtt en Ënnerbau op de Chassis gebaut, deen déi neidesch Stabilitéit fir den Opbau bitt. Fir d‘Constructioun géint Ëmweltaflëss ze schützen, muss si gesandstrahlt a lackéiert ginn. No dëser Etappe kënnt dann d’Endmontage, wou all Komponenten zesumme gesat ginn. Duerno, wann alles montéiert ass – also

18 l bulli Wanter 2015

Hierschtevent | Carrosserie Roemen


Hierschtevent | De neien Atelier vun der CFL 20.11.2015 | Bouenneweg

Fotoen: Charly Huberty

No engem klenge Patt an uschléissendem Mëttegiessen beim Boston zu Bouneweg, hu mir eis dunn op gemaach fir den neien „Atelier Central“ vun der CFL ze besichen. Op der Plaz goufe mir du vum Här Marc Schäffer, Chef vum „Centre de Maintenance“ empfaang. Hien huet eis dann och gläich eran an d’Dréchent gebieden, an huet eis fir d’éischt eppes iwwer d’Geschicht vum Eisebunn Depot an den Ateliere gezielt an e puer Daten zum neien Atelier genannt. Dësen huet eng total Surface vu 15.000 m2 an e Käschtepunkt vu 66 Millioune €. Mam neien Atelier ass et elo fir d’éischt, dass bei der CFL all Aarbechte kennen zentraliséiert op engem Site gemaach ginn. Bis elo waren des 2 Site, den Depot um Houwald, wou beispillsweis d‘3000er ënnerhale gi sinn, an den Atelier zu Bouneweg, mat de d‘4000er wou och déi schwéier Maintenance gemaach goufen. Dëst mécht villes méi einfach, ënnert anerem och d’Lagerung vun den néidegen Ersatzdeeler déi elo net méi an engem Magaséng leien, mee et gëtt en automatiséiert chaotescht Lagersystem benotzt. Duerno ass et an d‘Häerzstéck vum Atelier gaang,

Hierschtevent | De neien Atelier vun der CFL

wou d‘Entretiensgleiser sinn. Hei stinn 3 Gleiser zu jee 105m fir de schwéieren Ënnerhalt, 3 Gleiser fir den Entretien vun Dieselgefierer, 3 Gleiser fir den Entretien vun elektresche Lokomotiven an 2 Gleiser zu jee 160m, wou komplett Ramme kennen ënnerhale ginn, ouni se mussen ze splécken. Den neien Atelier orientéiert sech dobäi un de modernsten Normen, esou dass zum Beispill quasi keng Fosse méi gebraucht ginn, mee déi komplett Gleiser opgestännert sinn. Zum Ofschloss krute mir dunn nach den neien Tour-en-Fosse gewisen, dee gebraucht gëtt wann d’Rieder vun den Zich Flaachstellen hunn. Dësen ass och ee vun deene modernste vu senger Aart. Esou brauch ee bei diesel-hydraulesche Maschinnen d‘Cardanen net méi erofzebaue fir se ofzedreien, mee déi ganz Lokomotiv gëtt komplett liicht gehuewen, esou dass all ugedriwwe Radsaatz fräi dréine kann. No enger uschléissender Gruppefoto krute mir nach e puer Informatiounsflyren ausgedeelt, an du goung et weider Richtung Rëmeleng bei d‘Cimalux. Auteueren: Benny Huberty, Jerry Huberty

bulli Wanter 2015 l 19


Hierschtevent | Cimalux 20.11.2015 | Bouenneweg

Fotoen: Charly Huberty

Déi lëscht Visite déi um Programm vum Hierschtevent stoung, war Cimalux zu Rëmeleng. Wéi mir op hirem Site ukomm sinn, ass engem direkt den impressionanten Dreiuewen opgefall. Nodeems mir vum Carlo Lux begréisst goufen, si mir an de Konferenzsall gaang wou hien eis d‘Firma virgestallt huet an eis erklärt huet wéi Zement iwwerhaapt hiergestallt gëtt. Dobäi huet hien eis 2 kleng Filmer gewisen an eis an hir zukünfteg Pläng ageweit. Zur Hierstellung vun Zement brauch een als eicht ee Virmaterial wat sech Klinker nennt. Dëst gëtt duerch ee mechaneschen- a chemesche Prozess produzéiert. Duerno gëtt de Klinker mat Zousazstoffer gemuelen an den Zement hiergestallt. Cimalux huet 2 Sitten zu Lëtzebuerg. Ee Wierk zu Rëmeleng datt de Klinker hierstellt an dat zweet zu Esch, wou de fäerdegen Zement produzéiert gëtt. Fir Klinker hierzestelle brauch ee vill Rohmaterial wei Kalleksteen, groen a roude Mergel an extrem vill Energie. Fir dat Rohmaterial ze gewannen, brénge si an hirem Steebroch an 20 Buerlächer Sprengstoff un. Beim Zünden entstinn Explosiounsgase déi Gestengs sprengen, dat duerno mat engem Bagger op ee Muldenkipper geluede gëtt. Ee

22 l bulli Wanter 2015

Walzenbrecher zerklengert dat gewonnent Rohmaterial fir d‘eicht. No engem 2. Zerklengeren an engem 2. Walzenbrecher, gi Kallek a Mergel gemëscht fir ënnerschiddlech Zesummesetzunge vum Rohmaterial auszegläichen. An enger Walzenschüsselmühle gëtt eng Mëschung aus Kallek, Mergel an Zousazstoff zu engem Miel gemuelen. Dëst Gemësch gëtt dann an dem Dreiuewe bei 1450°C zu Klinker gebrannt. Fir déi enorm Energie fir Klinker hierzestellen zur Verfügung ze hunn, benotze si verschidde Materialien. Dëst sinn z.B. Autospneuen, zerklengert Pabeier- a Konststoffschnepselen oder gemuele Stengkuel oder Diesel. Nom Mësche vu Klinker mat Kalleksteen, Hüttensand (granuléierten Heichuewenschlacken) an Anhydrit (CaSO4) entsteet Zement. Wann een dem Zement dann nach Waasser dobäi gëtt, fänkt d‘Hydratatioun un. Bei der Hydratatioun fänken Zementkorngrenzen un Kristallfaser ze bilden bis dass e stabilt Gefüge entsteet. No der Presentatioun si mir duerch déi verschidde Reim gaang, wou ënnert anerem vollautomatesch Prouwe vum Material gemaach ginn, wéi och den

Hierschtevent | Cimalux


Foto: Charly Huberty

Dreiuewen iwwerwaacht gëtt. Wei mir bis iwwert de Site gaange sinn, war et schonn däischter, mee dëst huet eis awer net gesteiert fir déi ganz Apparatur ze bewonneren. Den Här Lux huet eis dunn alles gewise wat hie virdrunner am Konferenzraum erklärt hat. Dobäi hate mir och eng schéi Vue aus 70 Meter héicht, wou een sech e gudden Iwwerbléck iwwert de ganze Site maache konnt. Um Schluss krute mir nach eng nei Apparatur gewisen déi den CO2-Ausstouss vum Uewe reduzéiere soll. Auteur: Carlo Damit

Foto: Charly Huberty

Hierschtevent | Cimalux

bulli Wanter 2015 l 23


Foire de l‘Etudiant 2015 12-13.11.2015 | Kierchbierg

Fotoen: Anouk Godelet

Genau wéi déi lescht Joere, war d’Aneil och dëst Joer erëm mat engem Stand op der Foire de l’Etudiant an der Luxexpo um Kierchbierg vertrueden. Zesumme mat der OAI, der OLG an da Vinci, hu mir op eisem Stand den zukünftege Studenten den Ingénieursberuff méi no bruecht. Mir haten natierlech och dofir gesuergt, de Schüler e puer praktesch Uwennungen aus dem Ingénieursberäich ze weisen. Heifir krute mir vun der Fanuc vun Iechternach e Roboter zur Verfügung gestallt, dee Baudeeler op Feeler analyséiert. Mat Hëllef vun Ënnerdrock hellt sech de Roboter e Baudeel a leet dëst op eng beliichte Plack wou dann eng Foto vum Baudeel gemaach gëtt. Un dëser Foto erkennt de Roboter dann ob dëst Baudeel eventuell e Feeler huet. An eisem Fall huet et aus engem Chip mat klenge Féiss bestane fir op Platinnen ze léiden. De Roboter huet unhand vun der Foto analyséiert op éischtens alleguerten d‘Féiss dru waren an op se net beschiedegt waren. Duerno goufen déi Chippe gruppeweis no gutt a feelerhaft Chippe sortéiert. Besonnesch impressionant war ze gesinn mat weienger Vitesse de Roboter capabel war dësen Tri ze maachen. Nieft dem Roboter hate mir och erëm en 3D-Drucker op eisem Stand. Dëst Joer ware relativ

24 l bulli Wanter 2015

vill 3D Druckeren op der Foire ze gesinn, mee am Géigesaz zu deenen aneren, hu mir eis beméit vill ënnerschiddlech Deeler ze printen. De Michel Schon, deem säin Drucker et iwwregens war, hat och nach eng Rei un Deeler matbruecht, déi hien an deene leschte Méint gedruckt hat, fir ze weise wat dann alles mat engem 3D Drucker sou méiglech ass. Hien hat och e Baudeel matbruecht mat deem hie bei engem Projet vun der NASA matgemaach huet. Heibäi ass et dorëm gaangen e Mechanismus z‘entwéckelen fir e Géigestand, z.B. eng Kamera, einfach a séier un enger Staang ze befestegen. Dëse Projet huet bei ville Leit groussen Interessi fonnt. Des Weideren hunn mir och eng 3D gedruckte Ratsch an eng Hiewebühn gewisen. Déi meescht Leit waren dervun erstaunt, dass beweeglech Deeler an engem Stéck am 3D Drucker hiergestallt kënne ginn. E weideren Highlight war dann och nach eis Gëlle Fra déi mer mam 3D Drucker hiergestallt hunn. Freides Moies hunn den Här Bettel, den Här Meisch an den Här Hansen dann och en Tour iwwer d’Foire gemaach an hunn sech natierlech och eise Stand ugekuckt. Den Här Bettel war besonnesch un eisem 3D-Drucker interesséiert an huet eis iwwert e Projet vun 3D gedruckte Protheesen erzielt.

Foire de l‘Etudiant 2015


Fotoen: Anouk Godelet

Iwwert déi zwee Deeg gekuckt, konnte mir ville Schüler op der Studentefoire weiderhëllefen. Dobäi ass opgefall, dass sech vill Leit allgemeng ëm de Beruff Ingenieur informéiere wollten an dass awer och scho vill konkret Froen zu Stagen, Unien etc. gestallt goufen. Gréisstendeels hunn d‘Schüler natierlech de Wee op eise Stand fonnt mee et waren och eng Rei Studenten drënner déi usech schonn e Studium op enger Uni ugefaangen hunn, mee net esou richteg dovunner iwwerzeegt waren an sech no eppes Anerem ëmgekuckt hunn. Och dëse Leit hu mir probéiert all déi néideg Informatiounen iwwert den Ingénieursstudium ze ginn, fir dass si dës Kéier dann de richtege Choix treffen wat hire Studium ugeet. Et huet eis erëm vill Spaass gemaach de Schüler op der Foire de l‘Etudiant all néideg Informatiounen iwwert déi verschidden Ingenieursrichtungen ze ginn a niewebäi och e bësse Reklamm fir eise Veräin ze maachen. Auteur: Michel Reisch

Foto: Charly Huberty

26 l bulli Wanter 2015

Foire de l‘Etudiant 2015


Société Nationale de Certification et d’Homologation

homologation e13 E13 certification CE0499 maritime EN ISO 3874

EN ISO 27000 EN ISO 9000 CSC

Homologation Approval in accordance with ECE regulations related to the 1958 United Nations Agreement concerning the adoption of uniform conditions of approval and reciprocal recognition of approvals for motor, vehicles, equipments and parts.

SNCH, the competent authority designated by the Minister of Sustainable Development and Infrastructure in the areas of automobile certification and supervision of technical services.

Approval in accordance with EU directives and regulations related to the acceptance of motor vehicles and their trailers, systems, components and separate technical units, agricultural and forestry tractors, two and three wheel vehicles and quadricycles. • 2007/46/EC Motor vehicles

• 168/2013/EU Two and three wheel vehicles, quadricycles

• 167/2013/EU Agricultural and forestry tractors

CE 0499 Certification

Maritime Certification

Notified Body N°: NB 0499 for a number of EC directives

SNCH inspects and certifies Containers, Swap Bodies and Cargo Securing Equipment for international and maritime transport.

In this capacity SNCH evaluates the conformity of products with the essential requirements and ensures the technical application of the procedures referred to in the directives.

• Convention for Safe Containers (CSC) 1972

• 89/686/EC Personal protective equipment

• 94/25/EC 2013/53/EU Recreational craft

• 2000/14/EC Noise emission in the environment by equipment

• 2007/23/CE Pyrotechnical articles for vehicles

Société Nationale de Certification et d’Homologation s.à r.l. 2a Kalchesbrück

Tél.: (+352) 261 570 - 250

L-1852 Luxembourg

Fax: (+352) 261 570 - 244

info@snch.lu

www.snch.lu

• International Maritime Dangerous Goods Code (IMDG) and ADR • EN ISO 3874 Freight Containers Handling and securing


Construisons votre avenir !

Avec plus de 4000 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 2e emplo du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancra luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entrep innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en cons évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus 35 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !


oyeur age prise stante s de


Prix Enovos 2015 14.11.2015 | Forum da Vinci

Fotoen: Anouk Godelet

Et ass mëttlerweil déi 4. Editioun wou d’ANEIL a Cooperatioun mat der Fondation Enovos, der Fondation de Luxembourg an der nei gegrënnter Associatioun daVinci (Informatiounen zur Fusioun „daVinci“ fann dir op der Säit 5 ) de “Prix d’excellence de la fondation Enovos” am Forum da Vinci iwwerreecht huet. De 14. November goufen an dem Zesummenhang nees excellent Master Aarbechte mat dem 2500€ dotéiertem Präis geéiert.

Ofschlossaarbechten, aus den ënnerschiddlechsten Ingenieursberäicher, ze bewäerten an do déi 6 Bescht erauszesichen. Hei ginn et vill verschidde Punkte mat deenen sech de Jury ausernee setzt, z.B. d’Originalitéit, d’Aart a Weis wéi d’Aarbecht geschriwwen ass, den Aspekt vun der Nohaltegkeet oder eng méiglech praktesch Applikatioun. Dëst ënnersträicht nach eemol d’Wichtegkeet vun dem prestigiéise Präis.

D’Stëftung „Fondation Enovos“ ass 2010 vun der Enovos gegrënnt ginn a steet ënnert den Auspice vun der Fondation de Luxembourg, déi bei der Realisatioun vun humanitären Investitiounsprojeten hëlleft. Am Kader vun der Energie schafft d’Fondatioun Enovos mat diversen Uni’en a Centre de Recherche zesummen, fir wëssenschaftlech Projeten an den Domänen Ëmwelt an nohalteg Entwécklung z’ënnerstëtzen. D’Stëftung engagéiert sech net nëmme fir déi sozial Aspekter, mee och jonk Studente fir de Beruff vum Ingenieur ze begeeschteren. Duerch dëse Präis, de mëttlerweil ëmmer méi bekannt gëtt, soll d’Beruffswelt vum Ingenieur gefuerdert ginn.

De Metier vum Ingenieur gëtt haut méi wie jee gebraucht a kennt momentan eng Croissance an alle Secteuren, sou ginn et ëmmer nei Perspektive fir hien, wouduerch och säi Kompetenzspektrum méi grouss gëtt. Duerch d’Komplexitéit vun de Projeten, gëtt et ëmmer méi schwéier eng vereinfacht Léisung ze fannen. Wéinst dem techneschen Know-How vum Ingenieur, kënnen sou och déi komplexste Prozesser ëmgesat ginn, wichteg heibäi ass net nëmmen technesch mee och wirtschaftlech ze denken. An den Entreprisë spillt de Projektmanagement nämlech ëmmer méi eng bedeitend Roll.

En onofhängege Jury hat och dëst Joer nees déi schwéier Aufgab, 18 agereechten

30 l bulli Wanter 2015

Wéinst dem säit Joere bekannte Mangel un Ingenieuren, net nëmmen zu Lëtzebuerg mee a ganz Europa, ass et vu groussem Interêt fir dëse

Prix Enovos 2015


Enovos, partenaire de votre énergie au quotidien Jour après jour, notre monde évolue et les services d’Enovos aussi. Déterminé à vivre avec son temps tout en anticipant le monde de demain, Enovos s’engage à assurer la transition énergétique pour ses clients en développant des produits et des services innovants dans les domaines des énergies renouvelables, de l’écomobilité, de l’efficience énergétique, de la production décentralisée et des applications smart. Energy for today. Caring for tomorrow.

enovos.eu


villsäitege Beruff méi bekannt ze maachen an ze pushen. Weltwäit ginn et vill Initiativen déi sech verstäerkt engagéiere fir Schüler am jonken Alter op de Geschmaach vun der Technik ze bréngen. Wëssenschaftler sinn neelech zur Erkenntnis komm, dass d’Kreativitéit bei de Kanner bis 12 Joer ganz staark ugereegt ka ginn, duerno allgemeng ofhëlt. D’Associatioun daVinci wëll genee aus dem Grond mam Konzept vum „Wëssens-Atelier“ Kanner tëscht 8 an 12 Joer, déi also kuerz virdru sinn an de Lycée ze goen, fir d’Wëssenschaft, d’Fuerschung an d’Technik faszinéieren. D’Schüler sollen duerch spannend Experimenter an Atelieren Technik erliewen a sou besser verstoe kennen. Dës Initiative, déi eréischt ganz rezent gegrënnt gouf, kennt bis elo gutt bei de jonke Participanten un a wäert och an Zukunft sécherlech vill Kanner begeeschteren.

Fir déi, déi sech net nëmme fir en Ingenieursstudium entscheed hunn, mee dësen mëttlerweil ofgeschloss hunn, stoung mam Iwwerreeche vum Prix Enovos, fir 6 Lauréaten d’Reconnaissance vun hirer beandrockender Leeschtung am Mëttelpunkt. D’ANEIL gratuléiert de Gewënner a wënscht hinnen alles Guddes fir hir berufflech Carrière ! Weider Informatiounen iwwert d’Fondatioun Enovos an de flotte Film iwwert den dësjährege Präis, fann dir op hirem nei konzipéiertem Internetsite: www.fondation-enovos.lu Auteur: Anouk Godelet

An enger Welt wou ëmmer méi Technik konsomméiert gëtt, wéineg Interêt do ass fir nozefroe wéi dës funktionéiert, bleift ze hoffen, dass - duerch Projete wei de „Wëssens-Atelier“ – d’Schüler sech dofir interesséieren a sou spéider vläicht de Beruff vum Ingenieur wielen.

Votre choix intelligent, pour aujourd’hui et pour demain.

32 l bulli Wanter 2015

rosedeclaire.lu

ÉCOLOGIQUE - CONFORTABLE - FIABLE


ENTREPRISE GÉNÉRALE DE CONSTRUCTION Génie civil Gros-œuvre Ouvrages d’art Résidences et maisons de haut standing Bâtiments administratifs Constructions clé sur porte

TEL.: 26 59 91

info@soludec.lu


REEL Tréier 2015 15-18.10.2015 | Tréier

Fotoen: Yves Roth

Dëst Joer gouf d’REEL « Réunioun Européenne des Etudiants Luxembourgeois » vun de lëtzebuerger Studenten zu Treier organiséiert. Ënnert de Studenten eng Traditioun, däerf een sou e flotten Evenement net verpassen. Wat genau ass eng REEL? D’Ziel vun enger REEL ass éischtens mol nei lëtzebuerger Studente kennenzeléiren, eng Visite culturelle duerch d’Stad ze maachen an iwwer politesch, wirtschaftlech a sozial Themen ze diskutéieren. Natierlech kënnt de Fun-Faktor hei och net ze kuerz, sou dass och gutt gefeiert a gesong gëtt an ëmmer gutt Stëmmung ënnert de REELaner ass. Donneschdes 15.10.2015 Et huet um 6h00 Moies um P+R Houwald mat engem Béier an der Hand ugefang. Dëst Joer keng blo, mee gréng Becksen - Bofferding. No der “laanger“ Rees, si mir um 8h00 zu Tréier ukomm an hunn eis eist Frühstück gutt schmaache gelooss - net Kaffi a Croissant, mee Béier a Croissant. De Prof. Dr. M. Jäckel, President vun der Uni, huet eis begréisst an eng global Ëmfro gestart wou mir dann all géinge studéieren. Duerno sinn d’REELaner an ee vun den 3 ACEL’s Workshopen opgedeelt ginn, ënnert den Theme „Bilan vun der Reform

34 l bulli Wanter 2015

vun der Aide financière“, „Informatiounsfloss verbesseren“, an „E Comité, seng Memberen an d’Erwaardungen uneneen“. Nom Austausch goufe Verbesserungsvirschléi aus den eenzelne Workshops presentéiert an zesummen diskutéiert. Beim Mëttegiessen an der Mensa hunn sech schonn déi éischt „Alkohol Effekter“ bemierkbar gemaach. Beim „Dësch an d’Luucht“ huet eng Grupp net richteg verstan dass een den Dësch och unhale muss wann een en an d’Luucht hieft, soudass um Enn d’Telleren a Glieser um Buedem loungen. Nomëttes stoung e Rallye duerch Treier um Programm, wou all REELaner sech am Motto 80’s an 90’s Style verkleede sollt. Duerno gouf et am „Paulaner Restaurant“ fir jiddereen e Mass Béier an eppes z’iessen. Et koum erëm zum „Dësch an d’Luucht“ OUNI Accident! Zäit fir Party! D’REELaner goufe mam Bus an den Exhaus transportéiert wou déi ganz Nuecht op „Old-School“ Musik gedanzt a geféiert gouf. Um 3h00 hunn sech déi lëscht Studenten (dorënner och den ANEIL’s Comité) op de Wee fir an den Hostel gemaach.

REEL Tréier 2015


conseils ?

Afin d’éviter les mauvaises surprises lors de la création de votre entreprise, contactez-nous. Nous vous aiderons dans les domaines juridique, administratif, économique et social, dans le cadre d’une création, d’une reprise ou d’une transmission de société. La mission de l’Espace Entreprises de la Chambre de Commerce est d’assister dans les meilleures conditions ceux qui, par leur initiative, contribuent à l’expansion de l’économie luxembourgeoise.

Chambre de Commerce 7, rue Alcide de Gasperi Luxembourg-Kirchberg +352 42 39 39 - 330 info@espace-entreprises.lu www.espace-entreprises.lu

DECHMANNCOMMUNICATION

Besoin de


Freides 16.10.15

Samschdes 17.10.2015

No knapp 3 Stonne Schlof ass et fir déi eng REELaner schonn um 7h00 entweder op d’Visite vu Volvo oder an d’Brauerei Bitburg gaang, fir déi aner déi 1 Stonn méi laang schlofe konnten, stoungen den Energietunnel, Gladiatorenschule oder Wäintour um Programm. Leider goufe bei der Volvo-Visite 2 Chineesen (an ech war ee vun deen zwee) am Bus vergiess, déi no kuerzer Zäit vum Buschauffer nees zeréck op d’Volvo Gelände gefouert goufen.

Den Dag duerno, Samschdes um 7h00, hunn d’REELaner hire Costume a Krawatte, respektiv schickt Kleed ugedoen. Um 9h00 stoung e politeschen Debatt tëscht dem Staatssekretär Marc Hansen an der ACEL um Programm. Ugeschwat gouf d’Thema finanziell Bäihëllef vum lëtzebuergescher Staat, wou d’REELaner matschwätze konnten. No dëser Diskussioun ass et zu engem onerwaarten awer ganz witzege Punkt komm. Et ass drëms

Fotoen: Yves Roth

D’Mëttegiesse war am „Historischer Keller“, wou mir eis Traditioun „Dësch an d’Luucht“ weidergefouert hunn an deen een oder anere Souvenir/Schëld “ausgeléint” gouf.

gaangen, d‘Bild vum Student méi virbildlech duerzestellen. Duerch eng Spendenaktioun vun der „Miss REEL 2015“ konnten doduerch 400€ gesammelt ginn.

Weider um Ordre du Jour stoungen d’Sponsorvirträg, ouni déi eng REEL net organiséiert kéint ginn. Am Numm vun alle Particpanten e grousse Merci un d’Partner fir d’Ënnerstëtze vu sou engem flotten Evenement. Duerno konnten d’Studenten sech bei den eenzelnen Entreprisë virstellen a sech z.B iwwert Stage, Jobofferen informéieren.

Fir d’Mëttegiesse goufen d’REELaner am Schlass Niederweiss mat engem grousse Buffet verwinnt. D’Podiumsdiskussioun mam Haaptthema „Die europäischen Hochschulreform: Ist Bologna ein Erfolgskonzept?“ gouf am kurfürstlichen Palast mat de Vertriedere vun Uni Treier, lëtzebuergesch Héichschoulminister a Serge Wilmes (CSV) gehal. Uschléissend ass et op den Empfang vum Honorarkonsul a vum Éierebuergermeeschter vun Treier gaang.

No der Foire ass et weider an de Park Plaza Hotel gaang, wou gutt g’iess, gedronk a geféiert gouf. D’ANEIL huet kuerzer Hand e Pabeierfliger Contest lancéiert, wou de Fliger gewënnt, deen am wäitsden flitt – et gouf en 30L Béier Faass ze gewannen. Hei konnten d’REELaner net nëmmen hiert Ingenieurswëssen mee och Kreativitéit, Geschéck an Talent weisen. Gewonn hunn d’lëtzebuerger Studenten zu Bonn (ALESONTIA). Ofgeschloss gouf den Owend mat enger „Soirée publique“ am Metropolis, wou den DJ Rockmaster fir super Stëmmung ënnert de lëtzebuerger Studente gesuergt huet.

36 l bulli Wanter 2015

De Galaowend am Nells Park Hotel war sécherlech ee vun den Highlights op der 31. REEL. Sonndes 18.10.2015 Och um 4. Daach war un Ausschlofen net ze denken. Um 7h30 Opstoen, Valise packen an 2 Stonne mam Bus a Richtung Koblenz fueren. Am Adaccio ukomm, goufe mir vun engem beandrockende Kader mat groussem a guddem Brunch iwwerrascht.

REEL Tréier 2015


Fotoen: Yves Roth

Nomëttes ass et fir déi eng an d’Erlebnisbad Tauris gaang a fir déi aner an d’Weingut Göhlen. Ech hat mech fir d’Schwämm decidéiert an der Hoffnung do z’entspanen, mee wei sech erausgestallt huet, war de Géigendeel de Fall. Net nëmmen ass dëst Joer de Rekord gebrach ginn – weivill REELaner an e Whirlepool passen - mee d’Studenten hunn op der Rutschbahn och d’Statik getest (Zur Info: D’Rutsch huet den Test bestan)

e grousse Merci fir dëst top organiséiert Event. Auteur: Michel Sun

No der Schwämm respektiv der Wäindegustatioun ass et mam Schëff „Roude Léiw“ vun Tréier Richtung Réimech gaang. Ier de Kapitän eis awer u Bord gelooss huet, wollt ee REELaner net waarden an huet probéiert iwwert e Seel - wei ee Spioun - op d’Schëff ze klammen, mee dës Missioun huet leider missten ofgebrach ginn, well de Student an d’Waasser gefall ass. Endlech um Schëff ukomm, krute mir en Ofschlossiessen, d’Miss a Mister REEL goufe gewielt an et gouf eng leschte Kéier zesumme gesongen a gefeiert. Um 00h30 zu Réimech ukomm ass eng super REEL no 4 Deeg leider op en Enn gaang. Ech perséinlech hu mech richteg gutt amuséiert, hu vill nei Leit kennegeléiert an nei Erfahrunge gesammelt. Am Numm vun alle Participante gëllt dem REEL’s Comité Foto: Michel Sun

REEL Tréier 2015

bulli Wanter 2015 l 37


Creos Luxembourg S.A., membre du Groupe Enovos, est propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg. La société est forte aujourd’hui de près de 700 hommes et femmes. La mission de Creos est d’assurer le transport et la distribution d’énergie électrique et de gaz naturel dans le Grand-Duché de Luxembourg.

A la recherche de compétences nouvelles pour renforcer nos équipes dans le cadre d’une expansion continue, Creos Luxembourg est à la recherche de plusieurs collaborateurs :

Ingénieur diplômé en électrotechnique junior en CDI (m/f)

Chargé d’études – planification projets BT/MT/HT (m/f)

Vous êtes jeune et plein d’ambition, vous voulez dynamiser votre carrière:

Vos tâches

Le trainee programme de Creos est fait pour vous ! Au cours de votre programme de formation vous serez amené à travailler dans différents départements pour vous donner une perspective plus large de nos activités au sein de Creos. Pendant 1 an, vous allez être affecté dans les différents centres régionaux afin de vous familiariser et vous spécialiser dans les différents domaines de l’électricité et du gaz.

• Par des analyses et calculs rigoureux, vous permettez la définition des priorités relatives aux investissements, l’optimisation de ces investissements et la mise à disposition sélective des fonds • Vous êtes en charge de l’analyse des données techniques de la demande et de la configuration du réseau existant afin de déterminer les renforcements, extensions et raccordements pour intégration au réseau de Creos Luxembourg

Vous bénéficiez d’un programme spécifique de suivi et d’encadrement aux cœurs des différents métiers de Creos.

• Vous définissez la structure du réseau BT/MT/HT sur le logiciel de base et effectuez une maintenance de cette structure en insérant les nouveaux paramètres et nouvelles données

Des responsabilités vous seront confiées, de même qu’une implication active dans différents projets stratégiques ainsi qu’une insertion dans les fonctions techniques.

• Sur base des analyses effectuées et des données des lieux, vous préparez des croquis de plans incluant les spécificités techniques et administratives

Une variété de programmes et de contenu de formation seront à votre disposition afin de vous intégrer dans le domaine passionnant de l’énergie.

• Vous vous occupez de toutes activités en relation avec les projets BT/MT et rapportez régulièrement sur les projets en élaboration dans votre ressort de compétence

• Vous avez de fortes affinités pour la technique électrique et êtes prêt à étoffer votre expertise technique

• Vous effectuez des études qualitatives afin d’avoir une visibilité sur l’état actuel et futur notamment en ce qui concerne le transfert des charges, les chutes de tension, la puissance de court-circuit, les contraintes thermiques, les unités de production d’énergie ainsi que les charges exceptionnelles

• Vous avez entre 0-3 ans d’expérience professionnelle

Votre profil

Votre profil

• Vous êtes détenteur d’un diplôme d’ingénieur avec une spécialisation électrotechnique

• Vous pouvez travailler aisément en équipe et avez le sens de la communication

• Vous êtes détenteur d’un Bachelor (BAC+3) avec une spécialisation électrotechnique

• La rigueur et la précision font partie de vos atouts

• Une première expérience professionnelle dans le domaine de la gestion de projets est un avantage

• Vous cherchez des solutions pragmatiques et êtes orienté résultats • Vous maîtrisez, à l’oral comme à l’écrit, les langues luxembourgeoise, française et allemande • Vous avez une connaissance parfaite des outils MS Office

• La rigueur et la précision font partie de vos atouts • Vous êtes doté d’un esprit analytique et synthétique • Vous maîtrisez, à l’oral comme à l’écrit, les langues luxembourgeoise, française, allemande et anglaise

Société de référence en plein développement, nous offrons des possibilités d’évolution, de développement personnel et de mobilité interne. Intéressé(e) ? N’hésitez pas à nous faire parvenir votre dossier de candidature par le biais de notre site des opportunités de carrière. Une première sélection se fera sur base du dossier de candidature.

creos.net/jobs


REEL Tréier 2015 | Visite bei Volvo 16.10.2015 | Konz

Foto: Yves Roth

Freides Moies si mir an d‘Volvo-Wierk gaang, wou Baggeren a Radlader gebaut ginn. Ugefang gouf mat enger Presentatioun iwwer Volvo. De Volvo-Grupp agéiert weltwäit. D’BaumaschinnenDepartement ass, nom Camion, déi zweetgréissten Divisioun. D‘Wierk huet ronn 14.700 Mataarbechter a mécht en Ëmsaz vu 5,7 Mrd. €. D’AutomobilsSparte gehéiert net méi zu Volvo selwer. Zu Konz selwer ginn et 2 Produktiounslinnen, eng fir d’Baggeren an eng fir d’Radlader. Donieft gëtt et och nach en Entwécklungs-Zenter an eng Abteilung fir de Prototypenbau, déi allerdéngs streng geheim ass. Ganz houfreg sinn se bei Volvo op hire neie „Volvo Smartview“ System, deen et dem Chauffeur erméiglecht aus der Vogelperspektiv op de Bagger ze kucken an d’Gefier esou optimal ze steieren. Och wann d’Wierk am Verglach zu enger AutosFabrik dach relativ kleng ass, sou gëtt hei awer e groussen Deel vum Bagger zesummegebaut. Et ass also net just en Endmontage-Wierk. Dëst läit dorunner dass e Bagger zu ronn 70% an Handaarbecht zesumme gebaut gëtt. An enger éischter Etapp ginn den Ober- an den Unterrahmen zesumme geschweest. Da ginn

40 l bulli Wanter 2015

déi néideg Lächer gebuert an déi 2 Rahmen gi mat der Fräs beaarbecht. Duerno ginn se mam Sandstrahler beaarbecht, grondéiert a lackéiert. No der Lackéierung geet et op d’Montagelinn, wou d’Hydraulik, d’Elektrik, de Motor, d‘Rieder an d’Kabinn ugebaut ginn. Ongeféier an der Mëtt vun der Linn fënnt dann d’Hochzäit statt, also dat heescht d’Vereenegung vun Ober- an Unterrahmen. Déi reng Fertigungszäit vun engem Bagger läit bei ronn enger Woch. Nodeems de Standard-Bagger fäerdeg gebaut ass, kommen d’Sondergeräter un d’Rei. Hei sinn dem Client, soulaang en de néidege Budget zur Verfügung huet, keng Grenze gesat. Vu spezielle Schëppe bis zu Gittere fir d’Fuerkabinn ze schützen ass alles méiglech. Op der zweeter Linn ginn d’Radlader montéiert. Dëst ass ähnlech zum Bagger, allerdéngs sinn dës Maschinne méi kleng. Déi lescht Etapp ass de Finish, wou de Bagger op deene Plaze wou et néideg ass nolackéiert gëtt. Duerno gëtt e gebotzt an et gëtt gepréift op en all seng Funktioune richteg erfëllt. D’Präislëscht fänkt bei ronn 140.000€ fir e klenge Basis-Bagger un. Auteur: Lou Linster

REEL Tréier 2015 | Visite bei Volvo


Nous vous informons que, dans le cadre du projet d’harmonisation de l’identité groupe Cebi, société Nous vous informons que, du dans le cadre dulaprojet d’harmonisation de l’identité du groupe Cebi, la société a changé sa dénomination sociale et s’appelle 2015 le 1er septembre a changédepuis sa dénomination sociale et s’appelle depuis le 1er septembre 2015

Cebi Luxembourg S.A. Cebi Luxembourg S.A.

Cebi Luxembourg S.A. · 30, rue J.F. Kennedy · L–7327 STEINSEL ·

info.lu@cebi.com · www.cebi.com

Cebi Luxembourg S.A. · 30, rue J.F. Kennedy · L–7327 STEINSEL ·

info.lu@cebi.com · www.cebi.com

Für spannende Projekte in Luxemburg … … suchen wir Sie! Studieren Sie Architektur, Bau- oder Wirtschaftsingenieurwesen (Vertiefung Bau), Versorgungstechnik, Technische Gebäudeausrüstung oder Elektrotechnik (Schwerpunkt Bau)? Dann kommen Sie zu uns – nutzen Sie Ihre Chance im Projektmanagement und Engineering. Als Partner für Beraten, Planen, Bauen und Betreiben begleiten wir Bauherren und Investoren bei allen Fragen rund um die Immobilie – und das seit über 40 Jahren. Mehr Infos: www.karriere-dreso.com

Spirit for Success


D‘Myriam hëlleft beim Remopbau am Nepal August 2015 | Bhaktapuer, Nepal

Bléck op d‘Arkade

D‘Äerdbiewen am Nepal an d‘Liewen duerno De 25. Abrëll 2015 war am Nepal en schwéiert Äerdbiewe mat der Stäerkt vu 7,8, dat schlëmmst Biewe säit 1934. Den 12. Mee, rëm en staarkt Biewe vu 7,2, wat och wéi dat éischt rëm wochelaang vun Nobiewe begleet ginn ass. Dat Ganzt war verheerend fir d’Land, en Drëttweltland wat grad am Opschwong war, wou et de Leit grad ugefaangen hat besser ze goen. Bal 9000 Leit si gestuerwen, Dausenden hunn hier Haiser a Wunnenge verluer, déi puer grouss Stroossen déi et am Land gëtt goufen ausernee gerass, déi scho limitéiert d’Stroumversuergung ass zesummegebrach, dat wéinegt proppert Drénkwaasser gouf verschmotzt. D’Nepalesen hunn wochelaang dobausse geschlof, aus Angscht vun neie Biewen. Vun den Haiser déi net ganz zesummegefall waren, konnte verschiddener duerch liicht Agrëff gerett ginn, Ingenieuren aus dem Ausland hunn d’Gebaier analyséiert, vill Haiser awer mussen ofgerappt ginn. Sou konnt een Deel vun de Leit an hier Haiser zréck, déi aner hunn sech do wou se konnten, Zelter gebaut aus Planen oder déi, déi sech et leeschte konnten, aus Wellblech an Holz. Dat aarmt Vollek kann sech et kaum

42 l bulli Wanter 2015

Bléck op d‘Arkade

leeschten d‘Haiser ofzerappen a rëm opzebauen, sou wäerten si wuel och nach méintelaang an hirer provisorescher Behausung liewen. Doriwwer hinaus si vill Kulturdenkmäler an Tempelen, honnerte vu Joer al, beschiedegt ginn oder deelweis zesummegefall. D’Arméi huet zwar agegraff an d’Substanzen, d’Steng, d’Holzbalken, an d’Statuen zesumme gedroen a bewaacht fir datt keen se ewech dréit, mä trotzdem ass dee Schued kaum ze chiffréieren. Mäin Besuch am Nepal Ech war 2008 fir bal 2 Méint zu Bhaktapuer, am Nepal, wéinst engem Projet vu menger Fachhéichschoul a si säit deem puer mol rëm do gewiescht well dat Land an d’Leit mir un d’Häerz gewuess sinn. Während dem Congé Kollektiv am August konnt ech dohi fléien an hat am Virfeld Suen a Kleeder gesammelt an hat dunn Ibruprofen, Desinfizéier Mëttel, Verbänn, Schinnen an Kleeder matgeholl, et huet dohannen un allem gefehlt. D’Saachen op der Plaz un zwee Frënn weider ginn, dem Iswor, Leeder vun engem Weesenhaus wat vun enger däitscher Organisatioun finanzéiert gëtt an dem

D‘Myriam hëlleft beim Remopbau am Nepal


Vue op eng Strooss virum Äerdbiewen

Mukunda, deen zu Bhaktapur eng Dagesbetreiung fir behënnert Kanner opgemaach huet. Si kënne vill Leit an hunn gehollef d’Saachen un déi ze verdeelen, déi et am néidegsten haten. Mat de gesammelte Sue konnt ech och puer Famillen hëllefen: zwou Famillen hunn ech Sue gi fir eng Wellblechhütt ze baue – d‘Bomi, Kanner an d‘Elteren an engem Zelt aus Plastiksplane geliewt, wat kaum Schutz virum Monsun gebueden huet. An enger Siidlung aus Wellblech-Tunnellen, wou iwwer 30 Leit liewen, gouf et just eng Toilett an een Tank fir proppert Waasser. Hinnen hunn ech Sue gi fir eng zweet Toilett opzeriichten an en zweeten Drénkwaasser Tank ze kafen. DCholera war zu deem Zäitpunkt schonn a verschidde Regiounen am Land ausgebrach, dohier war et immens wichteg fir op d’Hygiène opzepassen a fir proppert Drénkwaasser ze suergen. Och hunn e puer Famillen déi an deenen Tunnellhütte liewen en Teppech kritt. Deen bidd alt en klenge Komfort, wann ee bedenkt datt d’Nepalesen traditionell um Buedem schaffen an iessen.

Vue op eng Strooss nom Äerdbiewen

Remopbau vun enger Akade En anert Ziel vu menger Rees war meng Ënnerstëtzung beim Remopbau vun enger Arkade, déi zu Bhaktapur um Durbar Square steet, deen zum UNESCO-Weltkulturierwen zielt. Déi 200 Joer al Arkade hätt d’Äerdbiewe wahrscheinlech iwwerstan, wann net en anert Gebai niewendrun an se gefall wär. D’Arkade an L-Form ass an der Mett vun enger Längssäit ganz zesummegefall, der Recht huet onbeschiedegt gewierkt. Den Niels Gutschow, en däitschen Architekt deen deelweis zu Bhaktapur liewt, këmmert sech säit iwwer 30 Joer em den Denkmalschutz am Nepal. Hien huet eis bei eiser Excursioun 2008 zesumme mat sengem Mataarbechter, dem Bijay, en nepaleseschen Architekt, betreit. Mam Bijay hunn ech d’Arkade nei opgemooss, mir hunn eenzel Stecker zesumme gedroen déi nach dorëmmer louchen an hunn déi aussortéiert déi ee rëm benotze kéint. Mir hunn d‘Schied dokumentéiert an analyséiert a wéi wäit een d’Bauwierk erhale kéint, ëmmer drop beduecht souvill original Substanz wéi méiglech ze erhalen. Zwee Statiker aus München respektiv New York

44 l bulli Wanter 2015

D‘Myriam hëlleft beim Remopbau am Nepal


hunn eis dobäi ënnerstëtzt an d’Arkade op hier Stabilitéit iwwerpréift. Och si sinn zum Schluss komm, datt een effektiv just den zerstéierten Deel nei opbaue misst, wat een Deelweis mat der original Substanz maache kéint an der Recht vum Gebai relativ onbeschiedegt an stabil ass. Weider Hëllef fir d‘Arkade

Nepalimed maachen, si ënnerstëtzen eng Klinik am Hannerland an hunn säit dem Biewen och vill Material rofgeschéckt. Namasté Auteur: Myriam Olinger Fotoen: Myriam Olinger

Eng däitsch Stëftung wollt de Projet vum Remopbaue vun der Arkade finanziell ënnerstëtzen,

Tunnell-Hütten Siedlung

allerdéngs geet dat an engem Land wat vu Korruptioun beherrscht gëtt net sou einfach. D’Regierung an och d’Stadverwaltunge gesi léiwer wann nei gebaut gëtt wéi wann Gebaier erhale ginn, well sech mat Neibau méi Sue verdénge loossen. Denkmalschutz an historesch wäertvoll Gebaier interesséieren si kaum, en Problem wat lo dat ganzt Land betrëfft, zemools wann ee bedenkt datt vill historesch Staddeeler beschiedegt gi sinn. Ob eis Arkade rëm opgebaut ka ginn, ass momentan nach onkloer, den Niels a Bijay setzen op der Platz alles drun datt de Projet realiséiert ka ginn. Déi momentan Situatioun am Nepal A leschter Zäit huet een net méi vill an de Medie vum Nepal héieren. Si waren zwar am August gutt derbäi opzeraumen, d’Stroosse fraizemaachen an ze flécken an hunn sech méi ginn den Alldag rëm opliewen ze loossen, allerdéngs herrscht nach ëmmer grouss Nout am Land an och bei hinne gëtt et elo Wanter. Ween hëllefe well kann dat gären iwwer déi mir gutt bekannte lëtzebuergesch Organisatioun

D‘Myriam hëlleft beim Remopbau am Nepal

bulli Wanter 2015 l 45


Wanted:

Engineers and scientists. The EY experience gives you the outstanding opportunity to learn and play a supporting role in our fast growing business advisory practice, and to solve commercial and technological issues for the world’s most admired companies, as well as growing middle market and entrepreneurial businesses and the public sector.

ey.com/lu/careers

Prends ton ĂŠlan. Lance-toi dans la vie.

Š 2015 EYGM Limited. All Rights Reserved.

builders of a better working world.


Bâtiment ELISE à Leudelange – réalisé par CDCL en tant qu’entreprise générale de construction www.cdclux.com


Als Ingenieur bei der CERATIZIT schaffen 2 Ingenieuren am Interview | CERATIZIT Mamer

Mat dësem Artikel wëlle mir iech net nëmmen ee vun eise Partenaire virstellen, mee virun allem erzielen wat een Ingenieur bei der CERATIZIT genau mécht. Dofir hu mir si gebieden eis 2 Ingenieuren an den Interview ze huelen déi iech erklären firwat si grad an dem Betrib schaffen, wéi hir Aufgaben am Alldag ausgesinn a villes méi. Um Schluss gi si eis nach deen een oder anere gudde Rotschlo op de Wee. Op dëser Plaz e grousse Merci un d‘CERATIZIT an dem Luc Scheller a Philippe Alzin fir dat interessant Gespréich.

CERATIZIT ist seit über 90 Jahren Pionier auf dem Gebiet anspruchsvoller Hartstofflösungen für Zerspanung und Verschleißschutz. Das Familienunternehmen mit Sitz in Mamer, entwickelt und produziert hochspezialisierte Zerspanungswerkzeuge, Wendeschneidplatten und Stäbe aus Hartstoffen. Die CERATIZIT Group ist mit rund 6000 Mitarbeitern weltweit eines der größten Luxemburger Industrieunternehmen und beschäftigt in Luxemburg 1200 Mitarbeiter, darunter auch viele Ingenieure. Um euch einige der Möglichkeiten innerhalb der CERATIZIT Group vorzustellen, haben wir uns zwei Ingenieure geschnappt und ihnen ein paar Fragen gestellt. Wer seid ihr und was macht ihr bei CERATIZIT? L: Mein Name ist Luc Scheller und ich arbeite bei CERATIZIT als Produkt Manager im Verschleiß. P: Ich bin Philippe Alzin und bin Abteilungsleiter der Presserei in der Zerspanung-Linie. Wie seid ihr zu CERATIZIT gekommen? L: Nach meinem Maschinenbau Studium in Aachen, habe ich bei CERATIZIT als CAD-Designer angefangen. Da ich die Firma nicht kannte, habe ich nachgeforscht was CERATIZIT überhaupt macht. Die Vielzahl an Produkten war das ausschlaggebende

48 l bulli Wanter 2015

Argument, wieso ich mich für CERATIZIT entschied. P: Genau wie Luc habe ich auch Maschinenbau in Aachen studiert, mit dem Fokus auf Produktionstechnik. Nach meinem Abschluss habe ich meine Diplomarbeit bei ArcelorMittal gemacht, bevor ich zu CERATIZIT gewechselt bin. Wie hat sich eure Karriere bei CERATIZIT entfaltet? L: Nach einigen Monaten als Zeichner wurde mir klar, dass ich durch mein technisches Wissen, der Firma im Bereich des Produktmanagements mehr helfen könnte. Die Mehrsprachigkeit und die Fähigkeit, mein Wissen direkt an die Kunden weiterzutragen verhalfen mir, vom Zeichentisch ins Produktmanagement zu wechseln, wo ich heute unter anderem für unsere Produkte in der Medezin-, Dental- und Schlossindustrie, sowie für unsere Langmesser verantwortlich bin. P: Ich habe als Leiter der Extrusion-Abteilung angefangen, wo ich ein kleines Team von 30 Leuten betreute. Dies war ein idealer Einstieg, da das Team hier schon sehr gut zusammen funktionierte und auch von der Größe her sehr gut passte. Nach 2 Jahren fühlte ich mich bereit für eine größere Aufgabe und mehr Verantwortung, und übernahm die Leitung der Pressenabteilung der Wendeschneidplatten. Hier leite ich derzeit ein 75-köpfiges Produktions-Team.

Als Ingenieur bei der CERATIZIT schaffen


Was sind heute eure täglichen Aufgaben? P: Grundsätzlich bin ich dafür verantwortlich dass der Kunde seine Bestellung pünktlich und in bester Qualität erhält. Dabei verwalte ich mein Team, Teile die Ressourcen ein und plane mit den Vorarbeitern zusammen die Schichteinteilungen, Urlaubsanfragen etc. Ein wichtiger Punkt in einem Industrieunternehmen ist die Sicherheit. Zu meinem Aufgabenbereich gehört daher auch dafür zu sorgen dass meine Arbeitskollegen alle

Eigenschaften angepasst werden, oder ein neues Produkt, welches wir mit dem Kunden zusammen entwickeln. Hier ist es meine Aufgabe mit den Kollegen aus der Produktion die Umsetzbarkeit der Kundenwünsche zu testen und dann einen Preis für die jeweiligen Produkte festzulegen. Ist ein Produkt dann in unserem Produktportfolio integriert, bin ich Ansprechpartner für das Marketing um die entsprechenden Werbemaßnahmen zu besprechen, sowie für Kunden um jegliche technischen Fragen zum Produkt zu beantworten.

Fotoen: CERATIZIT

Sicherheitsvorkehrungen kennen, diese einhalten, und alles daran setzen mögliche Unfallquellen zu eliminieren. Zusammen mit den Business Unit Leitern planen wir für die Zukunft. Dies reicht vom Analysieren der aktuellen Prozesse und der Identifikation möglicher Verbesserungspotentiale, bis hin zum Lastenheft schreiben für zukünftige Investitionen, wie z.B. neue Maschinen. Das Verbessern unseres Produktionsprozesses ist ein Kernpunkt. Zusammen mit unseren Prozessingenieuren suchen wir immer wieder nach neuen Möglichkeiten effizienter und qualitativer zu produzieren. Hierzu gibt uns CERATIZIT die nötigen Mittel und Freiheiten, unsere Ideen auszuprobieren. Mit dem Bau unseres neuen Produktionsgebäudes am Standort Mamer hatte ich zudem jetzt die Möglichkeit bei der Planung zu helfen. Da unsere gesamte Linie umziehen wird, haben wir die Möglichkeit bei 0 anzufangen und den Maschinenpark so aufzustellen, um die Arbeitswege zu optimieren. L: Als Produkt Manager bin ich für die Produkte der Linie Verschleiß zuständig. Zusammen mit unseren Kunden definieren wir die technischen Eigenschaften eines Produktes. Dies kann sowohl ein Standardprodukte sein, bei welchem nur die

Als Ingenieur bei der CERATIZIT schaffen

Was macht CERATIZIT einzigartig? P: CERATIZIT ist in den letzten Jahren sehr stark gewachsen, auch in Luxemburg, und trotzdem ist immer noch mehr Potential vorhanden. Der Vorstand ist gewillt zu investieren und die schnellen Entscheidungsprozesse die unsere FamilienbetriebKultur uns erlauben, machen es möglich sehr reaktiv zu sein und unsere Maschinen ständig auf dem neusten Stand zu halten. Zudem ist die Weiterbildung ein wichtiges Standbein der Firma. Produktionsmitarbeiter sowie auch Kollegen aus dem administrativen Bereich werden dazu ermutigt, sich ständig weiterzubilden. Dies und die Tatsache dass die Mitarbeiter gepushed werden ihre Ideen umzusetzen und innovativ zu denken, führen dazu dass CERATIZIT auch weiterhin als Pionier in der Hartmetallbranche unterwegs sein wird. L: Bei CERATIZIT hat jeder die Möglichkeit seine Ideen zu verwirklichen und es gibt immer wieder neue Herausforderungen und neue Verbesserungspotentiale zu entdecken. Mich fasziniert aber vor allem die enge Zusammenarbeit mit den Kunden. Gemeinsam neue Produkte herzustellen und neue Anwendungen für unser Hartmetall zu finden ist ein tolles Gefühl.

bulli Wanter 2015 l 49


Foto: CERATIZIT

Was würdet ihr jungen Ingenieurstudenten mit auf den Weg geben? L: Fangt schon an der Uni an methodisch und strukturiert zu arbeiten. Im Arbeitsalltag sind Pläne und Deadlines äußerst wichtig um die Kunden zufriedenzustellen. Je früher man sich an eine solche Arbeitsweise gewöhnt, desto einfacher geht’s nachher. P: Die Auswahl an technischen Berufen ist in Luxemburg recht beschränkt. Da ist es umso interessanter, für ein internationales Unternehmen arbeiten zu können, welches noch viel Ausbreitungspotential hat und also Innovator in der Industrie gilt. Zudem suchen wir gezielt Luxemburgische Ingenieure, die 4 sprachig aufgewachsen sind und sich in unserem Unternehmen entfalten können. Auteur: CERATIZIT

Foto: CERATIZIT

50 l bulli Wanter 2015

Als Ingenieur bei der CERATIZIT schaffen


„CREATIVITY AND INNOVATION ARE KEY TO FUTURE SUCCESS“ Dr. Marc Elsen, Project Manager R&D Department CERATIZIT – A passionate pioneer in the hard metal industry For over 90 years, CERATIZIT has been a pioneer developing exceptional hard material products for cutting tools and wear protection. The family owned company, headquartered in Mamer, Luxembourg, develops and manufactures highly specialized tungsten carbide cutting tools, inserts and rods. The CERATIZIT GROUP is the market leader in several wear part application areas and develops successful new types of hard metal, cermet and ceramic grades used for instance in the wood and stone working industry. The leader in material technology is continuously investing in research and development and holds over 600 patents. Innovative hard metal solutions from CERATIZIT are used in machine and tool manufacturing and many other applications including automotive, aerospace and oil and gas.

CERATIZIT S.A. E. info@ceratizit.com T. +352 31 20 85-1 www.ceratizit.com


Réckbléck


2015


ASSEMBLEE GENERALE 2016 Mir invitéieren iech ganz häerzlech op eis alljährlech Generalversammlung. Dëst Joer fënnt se um traditionellen Datum, dem 27. Dezember, statt. No der Versammlung wäerte mir iech ee Patt zum Beschten offréieren. Wéini

Sonndes, den 27. Dezember, um 19:00

Wou

Forum da Vinci 6, boulevard Grand-Duchesse Charlotte L-1330 Lëtzebuerg

Wann’s du interesséiert bass d’nächst Joer eng Charge am Comité ze iwwerhuelen, kanns du deng Kandidatur bis den 24. Dezember per E-Mail (contact@aneil.lu) oder perséinlech bei engem vum Comité era reechen. Bei weidere Froe kanns du dech gären beim Comité mellen.


D‘ANEIL wënscht all hire Memberen, Sponsoren a Frënn schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer 2016. Mir freeën eis drop, iech 2016 erëm ze gesinn.


Bulli wanter 2015  
Bulli wanter 2015  
Advertisement