Page 1

bulli

Hierscht 2015

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Virwuert

Foto: Eric Gonderinger

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, et freet mech iech déi drëtt Editioun vum bulli am Joer 2015 kënnen ze presentéieren. Och wann et ab Mëtt Juli mam Ufank vun der Examenszäit an Däitschland bekanntlech ëmmer bëssi méi roueg mat den Aktivitéiten vun der ANEIL gëtt, huet de Comité trotzdem op Héichtouren un enger Rëtsch Projeten geschafft fir iech zum Enn vum Joer nach op di eng oder aner interessant Aktivitéit a Visite kënnen anzelueden. Lass ass et gaangen zu Rosport am schéinen Osten vum Land, wou mir no enger interessanter Visite an de Produktiounshalen vum bekannte lëtzebuerger Waasser, eise Memberen e gudden Cordon Bleu spendéiert hunn a schliisslech de Musée vum berühmten Ingenieur Henri Tudor, dem Entwéckler vun der Batterie, kucke woren. Trotz dem leider bësse méi ongënschtegem Zäitpunkt op engem Méinde Moien, ass et eis trotzdem gelongen eng ronn 20 Leit zesummen ze kréien, soudass mer d'Visite awer duerch an duerch en Erfolleg nenne kënnen. Manner erfreelech wor dunn d'Tatsaach dass de Summervent aus organisatoresche Grënn leider net stattfonnt huet, mir allerdéngs scho fläisseg am gaange sinn un engem Hierscht- bzw. Wanterevent ze schaffen, wou mir iech sécher nach den een oder

Virwuert

aneren Highlight wäerte bidden. E gänzlecht neit Konzept hu mer dofir mam Fouerevent ausprobéiert, dat och direkt e groussen Undrang kannt huet. Hei haten eis Memberen d'Geleeënheet e gemittlechen Owend beim Schwarzwaldhaus ze verbréngen wou mir selbstverständlech déi eng oder aner Tournée zum Beschte ginn hunn. Nieft dësem kuerzen Resumé vun de leschte Méint, well ech d'Geleeënheet notzen fir Reklamm fir eis weider Aktivitéiten ze maachen. Heibäi well ech är Opmierksamkeet insbesonneg op de Mount November zeien, den e ganz wichtege Mount fir d'ANEIL a seng Memberen duerstellt. Obwuel de geplangten Saar-Lor-Lux-Event zesummen mat eisen Kollegen aus der Groussregioun leider op en onbestëmmten Datum Ufank 2016 huet missen verluecht ginn, huet den Comité hannert de Kulissen op Héichtouren geschafft an ass houfreg iech op puer weider Highlights kennen ze invitéieren. Als éischt hutt dir d'Méiglechkeet am Kader vun engem Meet and Greet mat McKinsey déi obreegend Welt vum Management Consulting kennen ze leieren, e Gebitt an dem wirtschaftsinteresséiert Ingenieuren méi wie gesicht sinn. Nodeems mer den 12. an 13. November d’ANEIL weiderhin op der Foire de l´Étudiant vertrieden (hei freeë mir eis iwwer all Member deen eng Hand wëll upaken), iwwerreeche mir zesumme mat der Fondation Enovos an der

bulli Hierscht 2015 l 3


Associatioun daVinci de 14. November rëm de Prix d’excellence fir déi bescht Ofschlossaarbechten vum Joer. Wéi schonn d'lescht Joer wäerte mir probéieren dat ganzt mat engem Iessen an enger Visite ze kombinéieren, soudass dir voll a ganz vun dësem Daach kënnt profitéieren. Als leschten groussen Event virun der AG den 27ten Dezember, wäerten mir iech weiderhin op eisen Hierscht- bzw. Wanterevent alueden, den aller Viraussiicht no den 20ten November wäert stattfannen, woubäi mir méiglechst vill interessant Visiten iwwert e ganzen Daach verdeelen.

ech weiderhin vill Gléck fir d'Bewäertung duerch eisen Fachjury, all aner kann ech nëmme motivéieren hir Chance bei der nächster Editioun ze probéieren, et ass wierklech derwäert!

Zousätzlech zu de Berichter iwwer déi virdru beschriwwen Evenementer fannt dir an dësem bulli och nach aner interessant Artikelen, wéi eng kleng Zesummefaassung vum Dennis senger Bacheloraarbecht mam Thema „Mechanismen zur Reduktion des CO2-Ausstoßes deutscher Industrien“ souwéi en Artikel iwwert den aktuelle Chantier vun der „Uelzechtbréck“.

Phons Eric.Gonderinger@aneil.lu

Am Numm vum ganze Comité wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum bulli a selbstverständlech vill Gléck fir är Studien am neie Semester oder weider Projeten. äre Prési

Ofschléissend well ech nach eng Kéier all eise Membere Merci soen, déi un eisen Aktivitéiten deelgeholl hunn, an ech hoffen, datt och eis nächst Evenementer weiderhin sou gutt besicht wäerte sinn. Alle Participante vum Prix ENOVOS wënschen

Foto: Michel Faltz

4 l bulli Hierscht 2015

Virwuert


Nous vous informons que, dans le cadre du projet d’harmonisation de l’identité du groupe Cebi, la société

a changé sa dénomination sociale et s’appelle depuis le 1er septembre 2015

Cebi Luxembourg S.A.

Cebi Luxembourg S.A. · 30, rue J.F. Kennedy · L–7327 STEINSEL ·

durable

info.lu@cebi.com · www.cebi.com


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2015 Visite vun der Mineralwaasseranlag zu Rouspert Visite vum Musée Tudor D‘ANEIL ob der Fouer Nei Uelzechtbréck zu Miersch Invitatioun ob de Prix Enovos Dem Dennis seng Bacheloraarbecht Invitatioun ob d‘Foire de l‘Etudiant Invitatioun ob d‘Event mat McKinsey

8 10 14 18 20 24 26 30 35

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Anouk Godelet Redakteren: Georges Dahm Michel Faltz Eric Gonderinger

Dennis Hövelmann Venant Pirrotte Michel Sun

Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover Dépôt de Luxembourg© Charly Huberty Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 310 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

6 l bulli Hierscht 2015


Bâtiment ELISE à Leudelange – réalisé par CDCL en tant qu’entreprise générale de construction www.cdclux.com


Comité 2015 Eric Gonderinger

Tom Steichen

Oochen Maschinnebau & Wirtschaftswissenschaften

Oochen Bauingenieur

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

+352 621 78 62 65 ++49 151 28 30 02 65

Eric.Gonderinger@aneil.lu

Tom.Steichen@aneil.lu

Michel Faltz

Luc Theisen

Oochen Bauingenieur

München Bauingenieur

+352 621 28 66 62 +49 241 46 37 17 754

+352 691 69 47 31 +49 151 64 50 49 78

Michel.Faltz@aneil.lu

Luc.Theisen@aneil.lu

Venant Pirrotte

Dennis Hövelmann

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik

+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76

+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel Sun

Sebastian Schumacher

Kaiserslautern Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 691 79 54 75 +49 179 85 91 03 53

+352 661 23 12 14 +49 157 51 57 13 99

Michel.Sun@aneil.lu

Sebastian.Schumacher@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Visites & Relations Publiques

Responsable Information

8 l bulli Hierscht 2015

Vice-Président & Information

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

Comité 2015


Anouk Godelet

Valérie Cornu

Frankfurt Architektur & Energieeffizientes Bauen

Lëtzebuerg Bauingenieur

Responsable Partenaires & Publications

Responsable Publications

+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39

+352 691 74 41 39

Anouk.Godelet@aneil.lu

Valerie.Cornu@aneil.lu

Michel Bichler

Michel Reisch

Responsbale Table Ronde

Responsable Foire

München Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 691 61 78 61 +49 152 582 152 84

+352 691 69 08 67 +49 174 437 030 4

Michel.Bichler@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Luc Lanners

Max Schmitz

Freiburg Embedded Systems Engineering

Zürich Maschinnebau

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

Luc.Lanners@aneil.lu

Max.Schmitz@aneil.lu

Site Internet

Coopté Publications

Charly Huberty

Coopté Photographie

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik +352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82 Charly.Huberty@aneil.lu

Comité 2015

bulli Hierscht 2015 l 9


Visite vun der Mineralwaasseranlag zu Rouspert 13.07.2015 | Rouspert

Foto: Venant Pirrotte

Foto: http://www.nvision.lu/work/rosport

Den 13. Juli 2015 hunn mer äis zu Rouspert fir eng Visite vun der Mineralwaasseranlag zu Rouspert getraff. No engem laange Studenteliewe wor et sécher fir munch vun äis eng Iwwerraschung, dass een och esou eppes wéi Waasser drénke kann. No enger Begréissung duerch äis sympathesch Guidin, d‘Madame Thérèse Weber, hunn mer direkt mat der Visite ugefangen. Di éischt Etape war d‘vollautomatesch Spullmaschinn fir d‘gliese Fläschen, déi esou bis 35 mol erëm benotzt kenne ginn. Des Anlag ass genau wéi di ganz Anlag nei gebaut ginn, a brauch nëmmen en Drëttel vum Spulwaasserverbrauch wéi hir Virgängerin. D‘Spullwaasser gëtt mat enger Serie Solarpanneaue gehetzt. Dono si mer an d‘Gebai eragaangen. Op enger Bréck konnte mer op d‘Offëllanlag kucken. Des Anlag ass op klengstem Raum gebaut, mee kann 8500 Liter Waasser pro Stonn offëllen. Zum Schluss ginn d‘Fläschen etikettéiert. An der Moyenne sinn d‘Fläschen nëmmen 30 Minutten an der Anlag, bis se frësch gewäsch, gefëllt mat guddem Rousperter Waasser mat Stopp an Etiquette d‘Anlag verloossen. An engem Ausstellungsraum hu mer eng Rei Fläschen a Gadgete vu Rouspert konnte

10 l bulli Hierscht 2015

bewonneren an e Film huet äis weider iwwer d‘Rousperter Waasser informéiert. Den Highlight vun der Visite war sécher d‘Degustatioun vum Waasser sou wéi et aus dem Buedem kennt. D‘Rousperter Waasser ass nämlech staark eisenhalteg a schmaacht wéi frëscht Bludd, oder wéi e Stéck Arcelorstol. Well dat net dee Goût ass dee jidderengem gefält, gëtt d‘Eisen entzunn. Steril Loft gëtt duerch d‘Waasser geblosen, d‘Eisen zu dréif äerdegem Eisen oxydéiert an dann duerch Quarz filtréiert. D‘Rousperter Waasser enthält natierlecherweis Kuelesaier (pH = 5,9), déi duerch vulkanesch Aktivitéit an d‘Waasser kennt: Rouspert ass net all ze wäit vun der Vulkaneifel ewech, wou nach virun 10.000 Jore Vulkaner aktiv woren. Fir eng konstant Konzentratioun u Kuelesaier ze hunn, gëtt d‘Kuelesaier dem Waasser entzunn, den CO2 verflëssegt an dann dem Waasser kontrolléiert erëm bäiginn: 4,5 g/L dem Rouspert Blue an 7,5 g/L dem Rouspert Vert. D‘Thérèse huet äis eng Rei interessant Fakten iwwer Rouspert gezielt. Zum Beispill kennt d‘Rousperter Krunnewaasser aus Däitschland! D‘Geschicht vum Rouspert fänkt un an de 50er Joeren, wou Bofferding

Visite vun der Mineralwaasseranlag zu Rouspert


Foto: Dennis Hövelmann

de Geologe Dr. Michel Lucius aus dem Préizerdaul beoptragt huet, eng Mineralwaasserquell ze sichen fir seng Produkter ze diversifizéieren. Zu Rouspert hunn d‘Leit dem Geologe erzielt, dat et alt an der Sauer elle spruddelt, an d‘Eis am Wanter rosa gefierft ass. Do muss et spuken. De Geolog huet gemierkt dass do excellent spruddelegt Waasser am Bueden ass an e Pëtz vu 67 Meter Déift gouf 1955 gebuert. Schonns op 9 Meter ass en op eng ergiebeg Quell gestouss: e Strahl vun 16 Meter Héicht, 20 cm Duerchmiesser an 12 °C kal ass aus dem Rouer geschoss. 1959 goufen di éischt 20cl Fläschen ofgefëllt. 1960 war schonns eng Millioun Fläsche verkaaft ginn, 1965 10 Milliounen. 1974 fusionéiere Source Rouspert, Canada Dry a CocaCola fir d‘S.A. Soutirages Luxembourgeois ze bilden. 1998 ass d‘S.A. Source Rouspert geschaf ginn als onofhängeg Firma. 100 Prozent vun den Aktionären si Lëtzebuerger, deemno eng richteg lëtzebuerger Firma. Am Laf vun der Geschicht huet Rouspert sech ëmmer erëm de Wënsch vun de Cliente ugepasst: 1969 sënn d‘hëlze Këschten duerch Plastikskëschten ersat ginn. 1993 ass Medium op de Maart komm a 1996 Rouspert Blue 50 cl fir d‘Restauratioun. Nota: Medium a Blue sinn dat selwecht Waasser mat der

Visite vun der Mineralwaasseranlag zu Rouspert

selwechter Kuelesaier-Konzentratioun. 2000 sënn och Fläschen aus Polyethylenterephthalat (PET) op de Maart komm, därer Maartundeel zënterhier am Klammen ass. 2006 koum Viva eraus, e platt Waasser. Zur Anekdote: Rouspert wollt spueren an huet no enger Quell gesicht fir Spullwaasser (Brauchwaasser) ze gewannen, fir der Gemeng net mussen ze vill Drénkwaasser ofzekafen. Dobäi sënn se un d‘Vivaquell gestouss, an Experimenter mat Consommateuren hunn erginn, dass deenen dat „Spullwaasser“ gutt geschmaacht huet. Ausserdeem huet dës Quell eng excellent Qualitéit. Opgrond vun enger Verwerfung kennt d‘Vivawassser net mat dem CO2 am Bueden a Kontakt, an ass dofir e platt Waasser. 2012 koum Pom‘s op de Marché, eng Zort Jus aus Äppel (65%) mat Rousperter Waasser. Well de Jus am Saarland ofgefëllt gëtt an also transportéiert muss ginn, kann en dann net méi als Mineralwaasser deklaréiert ginn, mee als Rousperter Waasser. Mineralwaasser muss nämlech an engem zouene Circuit ofgefëllt ginn. 2008 ass di 500 Milliounste Fläsch verkaaft ginn. An der Firmegeschicht koum et bedauerlecherweis och zu Réckschléi: 2003 huet et an der Anlag gebrannt. Verbrannt ass

bulli Hierscht 2015 l 11


Foto: Dennis Hövelmann

zwar näischt, mee all d‘Maschinnen hunn missen en Detail gebotzt ginn. An deene leschten Deeg huet Rouspert Problemer mat Fläschen di aus ongekläerter Ursaach briechen an huet zum Schutz vum Consommateur decidéiert, gliese Fläsche vum Marché ze huele bis de Problem geléist ass. Besonnesch iergerlech si sécher déi schlecht Artikelen vu verschiddene Presseorganer.

goufen. Déi iwwreg Fläsche goufen un „einschlägeg Etablissementer“ verkaf. No enger Degustatioun vu verschiddene Rousperter Produkter hu mer dem Thérèse Merci gesot fir des interessant Visite an hunn e Gudde Maufel zu Steinheim beim Gruber giess. Auteur: Georges Dahm

Während eisem Besuch huet d‘Thérèse ëmmer erëm drop higewisen dass Rouspert S.A. sech vill Méi gëtt fir ëmweltfrëndlech a sozial engagéiert ze schaffen. Dofir kruut d‘Firma och eng Rei vun Auszeechnungen. Insgesamt 16 Persoune schaffen zu Rouspert. Och am Marketingberäich ass Rouspert erfollegräich. Jidderee kennt d‘Rousperter Päerd. Wéineg Leit kennen awer den Hannergrond vum Béischt? Zu Rouspert war fréier eng „Furt“ wou ee mam Päerd duerch d‘Sauer watte konnt a war dofir wichteg fir den Handel. De rezente Werbefilm mam wëlle Päerd gouf iwwregens integral hei am Land gedréint. Zum Schluss kruute mer nach eng Raritéit gewiesen: Rousperter R12 Fläschen déi 2009 fir de 50. Gebuertsdag mat 12 g/L un CO2 produzéiert

12 l bulli Hierscht 2015

Visite vun der Mineralwaasseranlag zu Rouspert


Visite vum Musée Tudor 13.07.2015 | Rouspert

Fotoen: Venant Pirrotte

Nodeems mer zu Steenem gutt giess a gedronk haten, ass et zeréck op Rouspert an de Musée Tudor gaang. Dee klenge Musée, en deelt sech d’Haus mat der Gemeng vu Rouspert, stellt souwuel dem Henri Tudor säi Liewen a seng Erfindunge wéi och de Prinzip vun der Elektrizitéit vir. Dëst Haus, vun de Leit am Duerf och “d’Schlass” genannt, huet den Henri Tudor 1892 fir seng Famill baue gelooss. Während dem zweete Weltkrich gouf et vun de Preise besat, nom Krich ënnert anerem vu Monsanto als Hotel benotzt a schlussendlech ass et eng Retraite vun der Amiperas fir haaptsächlech eeler Dammen aus dem Süde vum Land ginn. Dee Contrat ass ofgelaf a säit 2009 fënnt ee lo am “Schlass” de Musée Tudor. Den Henri Owen Tudor ass 1859 op d’Welt komm a war de Bouf vun enger Lëtzebuergerin an engem Englänner, deen duerch Ierfschaft finanziell gutt gestallt war. Dëst, an och der Mamm hirer Famill hier grouss Terrainen, huet den Tudors et erméiglecht de Kanner e Studium ze finanzéieren. Säi Papp war den John Thomas Tudor, deen aus England fortschrëttlech Iddien z.B. an der Landwiertschaft matbruecht huet. Den Henri Tudor huet säi Lycée zu Chimay an der Belge gemaach an huet dono zu Bréissel Droit ugefaang – säi lëtzebuergesche Grousspapp sot ëm, dat wier d’Garantie fir eng gutt

14 l bulli Hierscht 2015

Plaz a Politik oder Verwaltung ze kréien. Den Henri Tudor huet awer zimlech schnell gemierkt, dass säin Interessi an engem anere Gebitt läit, a sou huet hie vun 1879 un op der “École polytechnique” vun der ULB Ingenieurswiesen studéiert – wat eng Freed! Elektrotechnik war deemools nach kee Studiegang, déi ganz Wëssenschaft war nach an de Kannerschong. Den Henri Tudor huet awer während dem Studium regelrecht eng Leidenschaft fir Elektrizitéit entwéckelt, ënnert anerem duerch säi Physik Proff, den Ernest Rousseau, wéi och duerch säi Cousin, de Nikolaus Schalkenbach, mat deem den Henri a säi Brudder Hubert zesummen an de Semesterferien doheem zu Rouspert gebastelt an experimentéiert hunn. Eng vun dëse Bastelaarbechten war d’Stroumerzeugung mam Papp senger Waassermillen doheem um Irminenhaff zu Rouspert, net wäit ewech vum spéideren Haus vum Henri. D’Stroumproduktioun u sech war kee Problem, de Gramme huet 1868 schonn d’Konzept vum Dynamo virgestallt, mä souwuel d’Spannungsschwankunge wéi och d’Variatioun vun der Demande huet nach Weiderentwécklungen erfuerdert. Dëst wier mat engem Bläi-Akkumulator ze léisen, dee vum Gaston

Visite vum Musée Tudor


Société Nationale de Certification et d’Homologation

homologation e13 E13 certification CE0499 maritime EN ISO 3874

EN ISO 27000 EN ISO 9000 CSC

Homologation Approval in accordance with ECE regulations related to the 1958 United Nations Agreement concerning the adoption of uniform conditions of approval and reciprocal recognition of approvals for motor, vehicles, equipments and parts.

SNCH, the competent authority designated by the Minister of Sustainable Development and Infrastructure in the areas of automobile certification and supervision of technical services.

Approval in accordance with EU directives and regulations related to the acceptance of motor vehicles and their trailers, systems, components and separate technical units, agricultural and forestry tractors, two and three wheel vehicles and quadricycles. • 2007/46/EC Motor vehicles

• 168/2013/EU Two and three wheel vehicles, quadricycles

• 167/2013/EU Agricultural and forestry tractors

CE 0499 Certification

Maritime Certification

Notified Body N°: NB 0499 for a number of EC directives

SNCH inspects and certifies Containers, Swap Bodies and Cargo Securing Equipment for international and maritime transport.

In this capacity SNCH evaluates the conformity of products with the essential requirements and ensures the technical application of the procedures referred to in the directives.

• Convention for Safe Containers (CSC) 1972

• 89/686/EC Personal protective equipment

• 94/25/EC 2013/53/EU Recreational craft

• 2000/14/EC Noise emission in the environment by equipment

• 2007/23/CE Pyrotechnical articles for vehicles

Société Nationale de Certification et d’Homologation s.à r.l. 2a Kalchesbrück

Tél.: (+352) 261 570 - 250

L-1852 Luxembourg

Fax: (+352) 261 570 - 244

info@snch.lu

www.snch.lu

• International Maritime Dangerous Goods Code (IMDG) and ADR • EN ISO 3874 Freight Containers Handling and securing


Planté erfonnt an och scho vum Camille Alphonse Faure verbessert gouf. Leider konnten déi Akkuen aus techneschen a wiertschaftleche Grënn nach net wierklech gutt agesat ginn. Hei ass dem Henri Tudor e grousse Succès gelongen, dee säi Numm an de Geschichtsbicher veréiwegen a säi Liewe verännere sollt. Op der Basis vun de Wierker vum Planté a Faure entwéckelt den Henri säin “Tudor-Akkumulator”, dee sech besonnesch duerch seng Elektroden auszeechent, déi mat

d’Exklusivrecht fir d’Produktioun an de Verkaf vun Tudor-Akkumulatoren an Däitschland, Zentral- an Osteuropa a Skandinavien hat. Direkt an Indirekt sinn do an de Joeren awer Problemer fir den Tudor entstan, well Lëtzebuerg an der däitscher Zollunioun war. Dëst huet bedeit, dass Lëtzebuerg vum däitschen industriellen Opschwong profitéiert huet, mä dem Tudor seng Exporter aus der Zollunioun eraus ware mat héijen Export-Taxe schwéier a Gefor. Den Handel mam Osten war net méi méiglech wéinst dem Exklusivvertrag, sou dass

Foto: Dennis Hövelmann

Rillen versat sinn an doduerch eng däitlech méi grouss Surface hunn. Ausserdeem sinn se méi déck, wat méi en héije Stroum zouléisst, a se si mat Bläioxyd ugestrach. Duerch dës an aner Weiderentwécklungen a Vereinfachunge bidden dem Tudor seng Akkuen eng héich Kapazitéit, eng kuerz Luedzäit, méi eng einfach Produktioun an eng fir déi Zäit onwahrscheinlech Liewensdauer vu bis zu 25 Joer. Mat sengen Akkue konnt den Tudor dunn mat der Waassermillen säin Elterenhaus elektrifizéieren, an den Irminenhaff zu Rouspert war 1882 eent vun den éischte Privathaiser an Europa, dat Stroum hat. 1886 huet den Tudor der Stad Iechternach ugebueden, d’Petrolsluuten duerch modern elektresch Biren ze ersetzen, a no enger gudder Partie Iwwerzeegung gouf an der Abtei e Kraaftwierk gebaut, dat scho kuerz dono vergréissert gouf. Iechternach war elektrifizéiert, an dat ass natierlech opgefall. Den Tudor krut vill Interessi, besonnesch vun eise Noperen aus der Belge, wou en 1889 eng Firma grënnt fir och dee Marché ze exploitéieren. Mä och op der anerer Säit vum Ländche gouf et vill Demande, a sou gouf mam däitsche Geschäftsmann Adolph Müller e Vertrag geschloss, deen doropshin

16 l bulli Hierscht 2015

Foto: Venant Pirrotte

sech entscheet gouf, Wierker ausserhalb vun der Zollunioun ze bauen, ënnert anerem an England an an der Belge zu Florival. Den Handel iwwert den Atlantik ass net zustane komm, well 1887 kuerz nom Patent vum Henri Tudor an den USA den Charles F. Brush en ähnlecht Patent agereecht hat. Den Tudor verléiert mat der Zäit an no enger Presentatioun op der Weltausstellung 1894 zu Lyon den Interessi un elektreschen Anlagen an e widmet sech rëm ganz sengen Akkumulatoren. Hien entwéckelt den Energy Car, eng mobil Stroumstatioun mat engem Bensinsmotor, déi Stroum op Plaze bréngt, déi net um Stroumnetz hänken, z.B. fir landwirtschaftlech Aarbechten. Dëst war leider e wirtschaftleche Flop an den Henri Tudor verleet doropshin och déi läscht Produktiounskapazitéit vu Rouspert op Florival an d’Belge. Déi läscht 15 Joer vu sengem Liewen war den Henri schwéier krank, a no a no huet e sech aus de Geschäfter vun der Firma zeréckgezunn. De Léon Laval iwwerhëlt d’Soen am Wierk zu Florival, a kuerz dono stierft den Henri Tudor 1928 un de Follege vu schwéiere Bläivergëftungen.

Visite vum Musée Tudor


Mä säi Numm a säi Vermiechtnes wäert seng Liewenszäit ëm e Villfaches iwwerdaueren. Seng Erfindung gouf agesat an der éischter elektrescher Lokomotiv vun der Grouf Kray, am éischten Tram an der Stad Hagen an op der Polarexpeditioun vum Fridtjof Nansen. Erënnert der iech un den Joint Venture mam Preis Adolph Müller? Déi Firma gëtt et nach haut ënnert dem Numm VARTA, an déi meescht wäerte schonn e Produit vun hinnen am Grapp gehat hunn. Awer och doheem zu Lëtzebuerg gëtt et, nieft dem Centre de Recherche Public Henri Tudor (haut: LIST), nach Ierfschafte vum Tudor sengen Iddien: Aus éischte Pläng vun 1906, déi wéinst Bürokratie näischt gi sinn, ass nom zweete Weltkrich d’Elektrizitéitswierk un der Sauer entstanen. Säit iwwer 50 Joer liwwert dëst zouverlässeg Stroum an eis Netzer aus dem Wunnuert vun engem grousse Lëtzebuerger, deem mer souvill ze verdanken hunn – dem Henri Tudor. Auteur: Venant Pirrotte

Foto: www.musee-tudor.lu

bulli Hierscht 2015 l 17


D‘ANEIL ob der Fouer 04.09.2015 | Glacis

Fotoen: Michel Sun

Wei all Joer hu mir eis traditionell Schueberfouer, och „Fouer“ genannt um Glacis fir 3 Woche stoen. Eng Platz net nëmme fir Famille mat Kanner, mee fir all Generatiounen. Hei gëtt sech getraff fir zesumme gutt z‘iessen, ze drénken oder op Spiller ze goen. Dëst Joer huet sech d‘ANEIL dat natierlech och net entgoe gelooss, an huet hir Membere fir den 4/09/15 natierlech op e Patt invitéiert. Mee als éischt emol ass natierlech geschafft ginn! Virum Schueberfouer Event, huet sech de Comité fir eng Versammlung am Forum da Vinci getraff. No villem diskutéieren, organiséieren an Entscheedungen treffen, war d‘Versammlung no 2 Stonnen eriwwer.

Gromperkichelcher oder wat ee soss op da Fouer z’iesse krit gegonnt, an dëst selbstverständlech mat Béier als Bäilag geholl, fir dass de Menü dann och vollstänneg ass a super schmaacht. Nom laange Geschwätz, Informatiounsaustausch a Gebraddels, huet d‘ANEIL dunn endlech di éischt Ronn Béier ausginn. D‘Stëmmung war wei ëmmer gutt, mee doduerch ass dës exponentiell eropgaangen! Soumat hate mir e flotten an angenehmen Owend, an hoffen dëst Event och d‘nächst Joer erëm kennen ze starten. Auteur: Michel Sun

De ganze Comité ass vum Forum da Vinci aus op d‘Fouer getrëppelt, wou mir eis Ënnerwee konnten e bësse mam spruddelegem Waasser mat Malz an Hopfen gemëscht (och Béier genannt) stäerken. Nom laangen a kale Spadséiergank, si mir bei der Haaptentrée vun der Fouer ukomm, wou schonn en Deel vun eise Memberen ob eis gewaart huet. Eng Ronn 20 Memberen haten sech fir dëst Event ugemellt. Um Punkt 21h si mir dunn all zesummen a Richtung Schwarzwald gaangen. Natierlech hunn sech di eng oder aner e Wupp, Speck,

18 l bulli Hierscht 2015

D‘ANEIL ob der Fouer


VEREINFACHT D’BANK DIR DE START AN DENG STUDIEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT

EIS SPEZIAL-OFFER FIR DE STUDENTEPRÊT - Prêt Cedies1) - Avance vun 3.000 € zu 0 % fir Iech z’installéieren - D’Versëcherung « Europ Assistance » während 5 Joer gratis - Locatiounsgarantie an der Europäescher Unioun - 10 x 1.000 € duerch Verlousen ze gewannen2)

startin.lu

1) Offer u Konditioune an d’Acceptatioun vum Dossier gebonnen. 2) Valabel fir déi éischt Soucriptioun vum Prêt. D’Suen ginn op däi Compte Courant vu BGL BNP Paribas iwwerwisen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Marketing Communication Juillet 2015


Nei Uelzechtbréck zu Miersch Miersch

Fotoen: Ponts & Chaussées

Déi 1957 eriichte Spannbetonbréck iwwert d’Uelzecht zu Miersch huet lues awer sécher ausgedéngt. Virun allem de Korrosiounsfortschrëtt un den Spannglieder, den deelweis ofgeplatzte Beton an déi domat fräileiend Bewehrung maachen de Bau vun enger neier Bréck erfuerderlech. Ouni den Trafic während dem Bau ze behënneren, gëtt déi nei Bréck dann och gläich niewendrun op hirer virgesinner Platz opgeriicht a spéider duerch eng nei Zoufahrt un den Rondpoint op der südlecher Säit ugeschloss. Duerno gëtt déi al Bréck demoléiert. D’Komplexitéit vun dësem Projet läit an de geréngen Platzverhältnisser an un der Tatsaach, dass d’Bréck nieft der Uelzecht, gläichzäiteg och d’Eisebunnsstreck Miersch – Lëtzebuerg an déi nei, 70 m laang Zoufahrtsbréck fir an de spéidere Quartier Vert iwwerbrécke muss.

opgeriicht. Nodeems dëse Spezialkran selwer duerch e klenge Kran opgebaut gouf, konnten dunn déi Ronn 30m héich Pylônen op hier Endpositioun gehuewen an ugeschweest ginn. Dobäi droen déi béid Pylônen spéider op Grond vun der Krëmmung vun der Bréck net gläich vill Laaschten. Vun Oktober bis Dezember ginn dann déi 20 Spannseeler installéiert an duerno ënnert dem vollen Eegegewiicht vun der Bréck op bis zu 85% virgespaant. Réischt wann d’Bréck am Mee 2016 fir de Verkéier opgeet, ginn d’Spannseeler op de Maximum gespaant. Mir soen de Responsablen vu Ponts & Chaussées Merci fir den Abléck an dësen interessante Projet. Auteur: ANEIL Comité

De Bau vun dëser Ronn 260 m laanger Schrägseelbréck huet am September 2014 ugefang a läit, ouni gréisser Problemer begéint ze hunn, bis elo am Zäitplang. Vu Mëtt Abrëll bis Mëtt Juli 2015 goufen déi Haptträgersystemer op den Oplager opgesat woufir och den Zuchverkéier deelweis huet missen ënnerbrach ginn. Enn August goufen dunn déi zwee Pylônen mat Hëllef vun engem Spezialkran

20 l bulli Hierscht 2015

Nei Uelzechtbréck zu Miersch


1 b u re au , 4 d o m ain e s d ’ a ct iv it é s, 2 50 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous parler lors de la REEL ou d’autres événements similaires. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


22 l bulli Hierscht 2015


„CREATIVITY AND INNOVATION ARE KEY TO FUTURE SUCCESS“ Dr. Marc Elsen, Project Manager R&D Department CERATIZIT – A passionate pioneer in the hard metal industry For over 90 years, CERATIZIT has been a pioneer developing exceptional hard material products for cutting tools and wear protection. The family owned company, headquartered in Mamer, Luxembourg, develops and manufactures highly specialized tungsten carbide cutting tools, inserts and rods. The CERATIZIT GROUP is the market leader in several wear part application areas and develops successful new types of hard metal, cermet and ceramic grades used for instance in the wood and stone working industry. The leader in material technology is continuously investing in research and development and holds over 600 patents. Innovative hard metal solutions from CERATIZIT are used in machine and tool manufacturing and many other applications including automotive, aerospace and oil and gas.

CERATIZIT S.A. E. info@ceratizit.com T. +352 31 20 85-1 www.ceratizit.com


Prix d’Excellence de la Fondation Enovos

D’Fondation Enovos, d’Associatioun daVinci an d’ANEIL invitéieren iech häerzlech ob déi 4. Editioun fir d’Iwwerreechung vum „Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”. Wéini Wou

Programm 11:00 12:00 12:15

14. November 2015 Forum Da Vinci 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg Mot de Bienvenue an Diskussiounsronn Präisiwwerreechung Receptioun

Wat ass de Prix Enovos D’Fondation Enovos, ënnert dem Patronat vun der Fondation de Luxembourg, gouf 2010 gegrënnt mat dem Ziel d’Ausblildungs- a Beruffschancen vun den Ingenieuren ze optiméieren. A Coopératioun mat daVinci an der ANEIL, lancéiert d’Fondation Enovos all Joer ee Concours, de “Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”, fir rezent Ingenieurabsolventen ze belounen. Déi beschte Masteraarbechte gi mat engem Präisgeld vun 2500€ dotéiert. Weider Informatioune fann dir ënnert www.fondation-enovos.eu. Umelle kënn dir iech nach bis de 4. November mat ärer Invitatiounskaart.


Enovos embauche Visitez enovos.eu pour les postes vacants.

Energy for today. Caring for tomorrow.


Dem Dennis seng Bacheloraarbecht Mechanismen zur Reduktioun vun CO2-Emissiounen an der däitscher Industrie - Eng empiresch Analyse

Foto: Dennis Hövelmann

An dëser Bacheloraarbecht goufe verschidde Mechanismen zur Kuelendioxid (CO2)-Reduktioun op hier Effektivitéit, Effizienz an Akzeptanz analyséiert a bewäert. De Schwéierpunkt ass eng statistesch Regressiounsanalyse vu fräiwëllege Verflichtungen an der däitscher Industrie, well dëse Mechanismus als eenzegen komplett ofgeschloss ass an domat déi relevant Donnéeën zur Verfügung stinn. Eng Partie däitsch Industriegruppen hu sech 1995 fräiwëlleg dozou verflicht hier energiebedéngten1 (voir Säit 23) CO2-Emissiounen bis 2012 ze reduzéieren. Ursprénglech waren duerch dës Grupp 75% vun den Emissiounen ofgedeckt, mee duerno sinn der e puer ofgesprongen oder hunn hier Zieler net agehalen. Dës Reduktiounsziler si branchespezifesch a vun den eenzelne Verbänn festgeluecht ginn. D‘Motivatiounen haten haaptsächlech dräi Standbee: d‘Image, d‘Käschtenreduktioun duerch Brennstoffreduktioun an d‘Flexibilitéit. Et ass een also dovun ausgaang, dass eng CO2-Reduktioun positiv mat enger Reduktioun vun de Brennstoffkäschten correléiert (wat prinzipiell och esou ass). D‘Industrië woussten dass d‘Regierung amgaange wier CO2reduzéierend Gesetzer ze bilden fir dem Kyoto-

26 l bulli Hierscht 2015

Protokoll gerecht ze ginn. Hiert Ziel war et deemno, mat fräiwëlleger Verflichtung streng an onflexibel Gesetzer ze vermeiden oder op d‘mannst ze verzögeren, wat hinnen och gelongen ass. Doduerch war méi Zäit fir effizient Investitiounen zur Verfügung an et hat een allgemeng eng héich Flexibilitéit an Autonomie. Mat dëser Zort Mechanismus gouf et 1995 relativ wéineg Erfahrung, mee et war gewoust dass et net einfach ass mat differenzéierten Zieler an ënnerschiddlechen Industrien en Erfolleg sécher ze stellen. Am Schwéierpunkt vun dëser Aarbecht ass eng Regressiounsanalyse mat Donnéeë vum statisteschen Bundesamt duerchgefouert ginn. Heibäi ass getest ginn, ob eng Correlatioun tëscht CO2-Emissiounen a fräiwëllege Verflichtunge besteet. Fir aner Aflossfaktoren ze miniméieren, sinn de PIB an de Primärenergieverbrauch als Erklärungsfaktoren fir d‘Entwécklung vum CO2-Ausstouss erausgerechent ginn (relativ Entwécklunge befannen sech an der Grafik). Et goufen also zwou Gruppen, déi wou sech verflicht haten an déi wou sech net verflicht haten, betreffend hiren Emissiounen ënnersicht. Als Resultat sinn déi Industrien, déi sech verflicht haten (18 Industrien) zu 70%, an deemno 30% vun deenen Industrien déi

Dem Dennis seng Bacheloraarbecht


conseils ?

Afin d’éviter les mauvaises surprises lors de la création de votre entreprise, contactez-nous. Nous vous aiderons dans les domaines juridique, administratif, économique et social, dans le cadre d’une création, d’une reprise ou d’une transmission de société. La mission de l’Espace Entreprises de la Chambre de Commerce est d’assister dans les meilleures conditions ceux qui, par leur initiative, contribuent à l’expansion de l’économie luxembourgeoise.

Chambre de Commerce 7, rue Alcide de Gasperi Luxembourg-Kirchberg +352 42 39 39 - 330 info@espace-entreprises.lu www.espace-entreprises.lu

DECHMANNCOMMUNICATION

Besoin de


Grafik: Dennis Hövelmann

sech net verflicht haten (39 Industrien) mat der CO2Entwécklung correléiert. Doduerch ass bewisen, dass d‘Verflichtungen zu méi staarke Reduktioune gefouert hunn. Trotzdem muss ee berücksichtegen, dass vill Industrien dës Investitiounen och ouni esou eng Verflichtung gemaach hätten. Domat gouf d‘Reduktiounspotential mat dësem Mechanismus net ausgeschöpft an dëse wier fir staark Reduktiounen, wéi se momentan gefuerdert ginn, net effektiv. Weider ass dëse System oniwwersiichtlech an net u konkret Zieler gebonnen, déi doduerch während hirer relativ laanger Lafzäit net kennen ugepasst ginn. Ofschléissend wier dëse Mechanismus eng Optioun fir eng kleng Unzuel un iwwersiichtlechen a vergläichbaren Industrien an/ oder méi kleng Problematike wéi CO2. D‘Gesetz zu den erneierbaren Energien (EEG) deckt privat Stoter a kleng Betriber of. Woubäi d‘fräiwëlleg Verflichtungen an och d‘europäesch Emissiounszertifikater just grouss Emittenten ofdecken. Och wann d‘Zieler vum EEG d‘Ënnerstëtzung an d‘Beschleunegung vun der Energiewend ass, féieren dës indirekt zu enger Reduktioun vun den CO2-Emissounen. Domat ass dat als komplementäre System och sënnvoll. D‘EEG ass gréisstendeels akzeptéiert. Well dëse System

28 l bulli Hierscht 2015

nach jonk ass kann een awer wéineg zur Effektivitéit an Effizienz aussoen. Energiesteieren ënnerscheeden sech zwëschent verschiddenen Primärenergieträger a kenne soumat méi individuell besteiert ginn. Dës bidden also d‘Méiglechkeet, schonn op der Brennstoffsäit, déi besser Alternativen ze begënschtegen a knapp Ressourcen zousätzlech ze schounen. Steieren si meeschtens akzeptéiert an ofhängeg vun hirer Héicht och effektiv an effizient. Europäesch Emissiouns-Certifikaten hunn e staarke Marchéscharakter a gëlle fir all Land aus der EU. E Certificat berechtegt d‘Emissioun vun enger Tonn CO2 a behält seng Gëltegkeet iwwert eng ganz Phase (e puer Joer). D‘Unzuel gëtt par Rapport zu de jeeweilegen Emissiounen am jeeweilege Land festgeluecht. Dëse Mechanismus fonctionnéiert esou dass e Staat eng bestëmmten Unzuel u Certificate pro Joer fir grouss Emittenden zur Verfügung huet. An der Regel ginn dat der all Joer manner, soudass Reduktiounen néideg ginn. D‘Certificate ginn aktuell zum gréissten Deel einfach un d‘Betriber verdeelt. E klengen Undeel gëtt d‘office un der Bourse gehandelt. Falls een der awer ze vill oder ze mann huet, kann een des Certificaten och

Dem Dennis seng Bacheloraarbecht


un der Bourse handelen. Wat der manner do sinn, wat de Präis méi héich gëtt an domat Investitiounen a méi spuersam oder méi CO2-aarm Technologië méi effizient ginn. D‘Zieler ginn also duerch eng bewosste Verknappung vun der Unzuel u Certificate gesteiert.

wéi vill Redukstiounspotential genotzt ginn ass a virun allem wat et wärt ass. Dëst kann een awer iwwert de Präis, d‘Technologien an den Donnéeën aus dem Diagramm am Certificatssytem ganz gutt analyséieren. Energiebedéngt heescht, dass een um energeteschen an net um stofflechen Resultat vun der Reaktioun interesséiert ass. Et ginn och méi spezifesch Zieler wéi zum Beispill nach prozessbedéngt Emissiounen, dës hunn awer nëmmen e kléngt Reduktiounspotential a sinn dowéinst ewechgelooss ginn. 1

Um Schluss vum Joer gëtt dann den Décompte gemaach an et muss ee fir all emittéiert Tonn CO2 ee Certificat hunn, anescht muss een déi feelend kuerzfristeg (also wahrscheinlech méi deier) besuergen an Zousatzstrofe bezuelen. Dës Certificaten hunn eng héich Flexibilitéit fir d‘Betriber well ee komplett fräigestallt ass wéi a wou een des Verbesserungen mëscht; hei sinn zum Beispill och d‘Kompensatiounen am Ausland oder aus anere Beräicher vun der Entreprise méiglech. E weidere grousse Virdeel heivunner ass, dass ee wesentlech manner Problemer mat Emissiounsverlagerungen huet. Wat méi Länner matmaachen, wat dëse Problem méi kleng gëtt. Ideal wieren also weltwäit Regelungen, wéi de Kyoto-Protokoll et probéiert hat.

Eng méi ausféierlech Versioun vu menger Bacheloraarbecht gëtt et an engem Paper. Interessente kennen sech bei mir per E-mail mellen. (dennis.hövelmann@aneil.lu) Auteur: Dennis Hövelmann

Realistesch si momentan awer maximal Regelungen op Kontinentalbasis an domat ass dëse System fir d‘CO2-Reduktioun momentan déi bescht verfügbar a praktikabel Léisung. Och wa momentan an deene meeschte Länner nach ze vill Certificaten am Ëmlaaf sinn an de Präis domat ze déif ass fir eng réel Wierkung ze hunn. Am August 2014 loung dëse Präis bei ronn 5,00 €, woubäi en awer misst mindestens beim 4 bis 5 fache leie fir d‘Potential ze notzen. Fir de System kennen eenegermoossen aktzeptéierend anzeféieren, huet de Präis missten déif bleiwen an dann iwwert méi streng Zieler successiv geheckt ginn. Weiderhinn passt de System och ganz gutt an de gréisstendeels liberalen Primärenergie- a Stroumhandel an Europa. D‘Wirtschaft huet hier gefuerdert Flexibilitéit, bei gläichzäiteg politeschen Regulationsméiglechkeeten. Zesummefaassend kann ee soen, dass EEG, europäesch Emissiouns-Certifikaten an Energiesteieren fir den CO2-Problem relativ gutt harmonéieren an dowéinst kenne parallel agesat ginn. Doduerch kann ee souwuel op der Brennstoffsäit, wéi och op der Emissiounssäit, an an de verschiddenen Verbrauchsklassen individuell upassen. Als Resultat kann ee mat dëse Mechanismen héich Effektivitéit, Effizienz an Akzeptanz erreechen. D‘fräiwëlleg Verflichtungen si just fir méi iwwersichtlech a spezifesch Problematiken effektiv, well si eben vun de Betriber selwer festgeluecht ginn an d‘Politik dat just wéineg beaflosse kann. Doraus resultéiert, dass een ni weess Fotoen: Dennis Hövelmann

Dem Dennis seng Bacheloraarbecht

bulli Hierscht 2015 l 29


Foire de l’étudiant 2015 Déi 29e Editioun vun der Foire de l’Etudiant huet als Thema “Student - Wat? Wou?” Wéini

12. an 13. November 2015 Donneschdes vun 09:30 bis 18:00 Freides vun 09:30 bis 18:00

Wou

Luxexpo

Och dëst Joer ass d’ANEIL erëm mat engem eegene Stand vertrueden fir d’Schüler iwwer de Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Genee wéi d’läscht Joer hu mir och rëm eng kleng Attraktioun fir iech virbereed, loosst iech déi net entgoen ! Weider Informatioune fann dir ënnert www.foiredeletudiant.lu


LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜN CHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAU SANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GAL LEN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BAS TOGNE / GRENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDE ACEL - DE STUDENTEVERTRIEDER / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN LËTZEBUERG / DÜSSELDORFACEL / FRIBOURG / HEIDELBERG / NAMUR steet fir/ WIEN „Association des Cercles d‘Étudiants Luxembourgeois“. Säit der Grënnung am / KÖL ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY Joer 1984 huet den Daachverband vun de lëtzebuerger / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAAR Studentevereenegunge sech stänneg weiderentwéckelt a vereenegt momentan 44 aktiv Membercerclen. BRÜCKEN / NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG PARIS / BASTOGNE / GRENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAI D‘ACEL vertrëtt soumat insgesamt ronn 10.000 / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTER Studenten souwuel am Ausland wéi och zu / AACHEN / LËTZEBUERG / Lëtzebuerg DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDEL an ass domadder de gréissten a wichtegste BERG / NAMUR / ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLE Studentevertrieder am Land. / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNS TER / GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUH WAT MÉCHT D‘ACEL? / GRENOBLE / LOUVAIN / MONTPEL / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE LIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIER / BERLI Studenten representéieren: D‘ACEL setzt sech op nationalem an op internationalem Niveau fir /dem / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG / DÜSSELDORF FRIBOUR Student seng Rechter an. / ZÜRICH / LAUSANNE / SAARBRÜCKEN / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN / INNSBRUCK Studenten an zukünfteg Studenten informéieren: LIÈGE / MÜNSTER GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AMERICA FREIBUR Duerch /eng Rëtsch vu Publikatiounen versicht d‘ACEL de Jonken/ déi néideg Informatiounen iwwer Studium, Uni an Aarbechtswelt mat op /deLOUVAI / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE / GRENOBLE Wee ze ginn. / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN / MÜNCHEN / TRIE / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUERG / DÜSSELDORF Studenten regroupéieren: Mat der /Zesummenaarbecht hire Membercerclen d‘ACEL / SAAR FRIBOURG / WIEN HEIDELBERG vun / NAMUR / ZÜRICHorganiséiert / LAUSANNE all Joers verschidden Aktivitéiten an Eventer fir de Studenten eng BRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GALLEN / BONN Occasioun ze bidden sech zesummen ze fannen. INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN / NORTH-AMERIC / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BASTOGNE / GRENO contact@acel.lu BLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDEN / BRITAIN MÜNCHEN / TRIER / BERLIN / KAISERSLAUTERN / AACHEN / LËTZEBUER / DÜSSELDORF / FRIBOURG / WIEN / HEIDELBERG / NAMUR / ZÜRICH / LAU SANNE / SAARBRÜCKEN / AIX / BRUXELLES / NANCY / KÖLN / SANKT-GAL LEN / BONN / INNSBRUCK / LIÈGE / MÜNSTER / GRAZ / SAARBRÜCKEN NORTH-AMERICA / FREIBURG / KARLSRUHE / STRASBOURG / PARIS / BAS TOGNE / GRENOBLE / LOUVAIN / MONTPELLIER / RHEIN-MAIN / SCHWEDE


Creos Luxembourg S.A., membre du Groupe Enovos, est propriétaire et gestionnaire de réseaux d’électricité et de gaz naturel au Luxembourg. La société est forte aujourd’hui de près de 700 hommes et femmes. La mission de Creos est d’assurer le transport et la distribution d’énergie électrique et de gaz naturel dans le Grand-Duché de Luxembourg.

Creos vous offre une excellente opportunité de commencer votre carrière professionnelle ! Nous recherchons pour entrée immédiate un

Ingénieur diplômé en électrotechnique junior en CDI (m/f) Vous êtes jeune et plein d’ambition, vous voulez dynamiser votre carrière : Le trainee programme de Creos est fait pour vous ! Au cours de votre programme de formation vous serez amené à travailler dans différents départements pour vous donner une perspective plus large de nos activités au sein de Creos. Pendant 1 an, vous allez être affecté dans les différents centres régionaux afin de vous familiariser et vous spécialiser dans les différents domaines de l’électricité et du gaz. Vous bénéficiez d’un programme spécifique de suivi et d’encadrement au cœur des différents métiers de Creos. Des responsabilités vous seront confiées, de même qu’une implication active dans différents projets stratégiques ainsi qu’une insertion dans les fonctions techniques. Une variété de programmes et de contenu de formation seront à votre disposition afin de vous intégrer dans le domaine passionnant de l’énergie. Votre profil • Détenteur d’un diplôme d’ingénieur avec une spécialisation électrotechnique • Vous avez de fortes affinités pour la technique électrique et êtes prêt à étoffer votre expertise technique • Vous avez maximum 3 ans d’expérience professionnelle • Vous pouvez travailler aisément en équipe et avez le sens de la communication • La rigueur et la précision font partie de vos atouts • Vous cherchez des solutions pragmatiques et êtes orienté résultats • La maîtrise orale et écrite des langues luxembourgeoise, française et allemande est indispensable • Vous maîtrisez parfaitement les outils MS Office Société de référence en plein développement, nous offrons des possibilités d’évolution, de développement personnel et de mobilité interne. Intéressé(e) ? N’hésitez pas à nous faire parvenir votre dossier de candidature par le biais de notre site des opportunités de carrière. Une première sélection se fera sur base du dossier de candidature.

creos.net/jobs


Competences + Creativity = INNOVATION  Global leader in Ironmaking Technologies - Construction of complete blast furnaces, coke ovens, agglomeration & direct reduction plants - Advanced environmental protection, energy-saving & recycling technologies

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com.

 Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects

Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, South Africa, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam

visit us on facebook


Invitatioun ob d‘Event mat McKinsey D‘ANEIL a McKinsey invitéieren iech häerzlech ob eng flott Soirée de rencontre. Wéini 6. November 2015 Wou Forum da Vinci 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxemburg Programm 18:30 19:00 19:15 19:30

Welcome Short company presentation Question/Answer Walking dinner

Umellung bis Méindes, den 02.11.2015, 23:59 Umellung beim Marianna_Manoukian@mckinsey.com (op franséisch oder englesch, + CV ass wëllkomm) Weider Informatioune fann dir an eisem Facebook Event.

Come and discover the career opportunities we offer to students with your background McKinsey & Company invites ANEIL‘s members on Friday, 6th November 2015 between 6:30-9:30 pm to meet our Luxembourg consultants in an informal setting at Forum da Vinci. This is the perfect opportunity to get to know us better, hear about the way we work, and find out about the career opportunities we offer to engineers. Please confirm you presence with Marianna, via Marianna_Manoukian@mckinsey.com Find out about our other upcoming events via www.mckinsey.be/events Submit an application via www.mckinsey.com/careers


Bulli Hierscht 2015  
Bulli Hierscht 2015  
Advertisement