Page 1

bulli

Wanter 2017

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities: „ Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking „ Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com.

Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

follow us on Twitter @Paul_Wurth

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


Virwuert

Foto: Dennis Hövelmann

Léif Lieserin, Léiwe Lieser, ech sinn houfreg dir de leschte bulli fir dëst Joer kennen ze presentéieren. Opgrond vun engem ganz erfollegräiche Studiëjoer vu ville Comitésmemberen, wäers du d’nächst Joer eng Partie nei Comitésmembere begréisse kennen. De Comité vun dësem Joer wäert awer sécherstellen, dass den Knowhow net verluer geet.

dénge Frënn schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Ingenieursjoer! Äre Käpten!

An dësem bulli sinn niewent den eenzele Rapporten zu eisen Aktivitéiten och zwou interessant Masteraarbechten ze entdecken. Ausserdeem gëtt an dësem bulli ausféierlech iwwert den  dës järege Saar-Lor-Lux-Dag zu Lëtzebuerg bericht. Et freet mech perséinlech, dass de Feedback vun de Participanten, souwuel fir den offiziellen Deel wéi och fir de Jugenddeel, immens positiv war. D’ANEIL gratuléiert op dëser Platz och nach eng Kéier alle Gewënner vum „Prix d’Excellence de la Fondation Enovos 2017“. Hei konnten sech dëst Joer 6 Membere vun der ANEIL ënnert 23 Bewerber duerchsetzen. De ganze Comité vun der ANEIL verdéngt en décke MERCI fir déi alles an allem staark Teamleeschtung vun dësem Joer! Et huet mir vill Spaass gemaach an et war mir eng Éier d’ANEIL dëst Joer mat engem staarken Team ze leeden. Ech verbleiwe mat engem Verweis op d’Conveniat vun der ANEIL, wat mir 2018 wäerte feieren. Ech wënschen dir, denger Famill an

bulli Wanter 2017 l 3


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2017 Journée Saar-Lor-Lux Visite Chantier Hamilius Prix d‘excellence de la fondation Enovos Masteraarbescht vum Dennis Hövelmann Interview LSN Masteraarbescht vum Daniel Collignon

6 8 24 28 42 38 44

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Sarah Kunsch Redakteren: Dennis Hövelmann Gilles Nies Johan Winkel Michel Reisch Pierre Duhr Daniel Collignon

Charly Huberty Rafael Andreosso

Layout: Sarah Kunsch Max Schmitz Cover: Evelyne Thomas Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 460 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Wanter 2017


www.karpkneip.lu

Faire des routes irréprochables, c’est notre métier.


Comité 2017 Dennis Hövelmann

Michel Reisch

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Ëmwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Maschinnebau

+352 661 414 979 +49 160 930 010 28

+352 691 690 867 +49 174 437 0304

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Rafael Andreosso

Michel Sun

Oochen Bauingenieur

Kaiserslautern Bauingenieur

+352 661 774 760 +49 241 463 770 33

+352 691 795 475 +49 176 859 103 53

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Michel.Sun@aneil.lu

Venant Pirrotte

Frank Metscher

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktiounstechnik

München Bauingenieur

+352 691 672 102 +49 176 961 370 76

+352 691 810 877 +49 177 647 0543

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Fränk Zenner

Daniel Collignon

Lëtzebuerg Brevet de technicien supérieur

Oochen Ëmweltingenieurswëssenschaften Urban Water

Président

Secrétaire

Relations Publiques

Responsable Information

+352 691 887 954 Fraenk.Zenner@aneil.lu

6 l bulli Wanter 2017

Vice-Président

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

+352 621 273 064 Daniel.Collignon@aneil.lu

Comité 2017


Anouk Godelet

Sarah Kunsch

Frankfurt Architektur & Energieeffizient Bauen

Kaiserslautern Architektur

+352 691 748 192 +49 176 892 294 39

+352 621 520 050 +49 152 269 146 19

Anouk.Godelet@aneil.lu

Sarah.Kunsch@aneil.lu

Lino Morais

Steve Breden

Responsable Communications

Responsbale Table Ronde & Foire

Responsable Foire & Table Ronde

+352 691 588 738

München Bauingenieur +49 176 247 337 98

Lino.Morais@aneil.lu

Steve.Breden@aneil.lu

Jerry Huberty

Laurent Jacques

Oochen Elektrotechnik

Responsable Site Internet

Fribourg Informatik

Coopté Voyages & Partenaires

München Physik

+352 621 637 081

+352 661 935 572 +49 160 403 2427

Jerry.Huberty@aneil.lu

Laurent.Jacques@aneil.lu

Charly Huberty

Johan Winkel

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

Oochen M.Sc. Emweltingenieurswëssenschaften

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

Charly.Huberty@aneil.lu

Johan.Winkel@aneil.lu

Responsable Visites

Comité 2017

Responsable Publications

Coopté Site Internet

bulli Wanter 2017 l 7


Journée Saar-Lor-Lux (Freides) 13.10.2017 | Lëtzebuerg

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

Freideg den 13. Oktober stoung eng interessant Visite bei der Cargolux op hirem  Site um Findel um Programm. Wéi den Datum et scho vläicht vermudde  léisst, hate mer leider net d’Gléck e Fliger  am Hangar bewonneren ze kënnen. Dofir stoungen  eis awer mam Jil Welter, Max Stoll an Luc Boever 3 jonk, motivéiert a kompetent Mataarbechter vun der Cargolux zur Verfügung, déi op all Fro eng Äntwert haten an eis knapp 2h laang duerch de ganzen Hangar guidéiert hunn. Allen 3 hunn se virun nach net allze laanger Zäit studéiert a schaffen lo säit maximal 3 Joer fir d‘Cargolux. D’Jil ass am Beräich Public Relations agestallt an huet d’Visite fir eis arrangéiert. De Max an de Luc si Maschinnebauingenieuren  vun Oochen a konnten eis während der Visite mat hirem  techneschem Fachwëssen fidderen, wat schonn  erstaunlech komplex an breetgefächert war fir déi kuerz Zäit wou si do schaffen. Den Hangar vun der Cargolux bitt Platz fir 2 grouss Fligeren (Boeing 747-8 oder 747-400), déi am Kader vun engem A- oder C-Check, also enger klenger oder enger méi grousser Revisioun, vum Rullfeld gelotst ginn fir sech ënner Dag der technescher Kontroll z’ënnerzéien (bëssi  wéi beim Auto eben). En A-Check gëtt no ronn 250 Trajeten (ca. all 2-3 Méint) duerchgefouert an dauert normalerweis manner wéi een Dag. Och beim C-Check (ca. all 2 Joer) ginn d‘Fliigeren an de Schapp geholl, mussen allerdéngs

8 l bulli Wanter 2017

je no Zoustand deelweis gutt eng Woch do bleiwen. Well de Fliger all Minutt, deen en um Buedem steet, kee Gewënn erzielen kann, sinn d’Techniker an d’Ingenieuren gutt  beroden hir Aarbecht  schnellst méiglech an trotzdeem äusserst präzis ze maachen. Heifir ginn et fest virgeschriwwe  Protokoller an Checklëschten, déi je no Revisioun ze maache sinn. Sollten klenger  Saachen futti sinn, sou kënnen se dat zu Lëtzebuerg am groussen Hangar beim Findel getrei enger Originaluleedung vum Hiersteller selwer flécken. Fir gewësse Fäll hunn d’Ingenieuren vun der Cargolux awer och souguer selwer schonn Verfahren entwéckelt fir z.B. Aluminium- oder Kuelefaserdeeler selwer kënnen ze reparéieren. Interessant war och ze gesinn, wéi vill verschidde Verschläissdeeler a sou engem Fliger verbaut sinn. Vu Pneuen iwwer Sëtzer a Rullen (mat deenen d’Fracht am Banneraum op déi richteg Platz  beweegt gëtt) bis op Bremsscheiwen a –baken. Just Motoren kënnen se zu Lëtzebuerg nach net a Stand setzen, dës mussen dann erëm bei de jeeweilegen  Hiersteller oder spezialiséiert Entreprisen geschéckt ginn. Den D-Check, deen ca. all 10 Joer stattfënnt, kann och net hei gemaach ginn. Hei gëtt de Fliger  nämlech komplett ënnert d’Lupp  geholl an deelweis och ganz auserneenan erëm  zesummegebaut. Dëst dauert nämlech enorm laang a géif eng vun deenen 2 disponibelen Platzen  hei am Hangar Wochen- oder méintelaang beleeën, wat net am Interêt ass, fir niewebäi déi méi heefeg ufalend  Revisiounen vun der mëttlerweil


Concevoir et construire des projets durables

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu | www.bsc.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09


dach zimlech grousser Flott (27 Stéck) u Fligeren vun der Cargolux duerchféieren ze kënnen. An deenen antëschent  gutt  7 Joer wou d’Cargolux hiren risegen  Hangar um Findel gebaut huet, huet sech hir Flott reegelrecht verduebelt. De konstante Wuesstem  an de leschte Joren weist, dass si um globalen Cargo Marché als Big Player net méi ewechzedenken  sinn. Sief et fir d’„gëlle Fra“ op d’Expo a China ze schécken, frësch Blummen am Wanter aus Afrika importéieren ze loossen, dem Bertrand Piccard säin zerluechten  „Solar Impulse“ an d’Wüst ze bréngen oder och deier Sportsween, lieweg Déieren, Medikamenter a geféierlech Gidder ze transportéieren. Getrei hirem  Slogan „You name it, we fly it.“ flitt d’Cargolux bal all erdenklech Fracht ronderëm de Globus. E grousse Merci un eis 3 Guiden, déi eis dësen interessanten Abléck erméiglecht hunn. Et ass erstaunlech, wat dëse lëtzebuergesche Konzern mat senger Flott a sengem Personal op d’Been gestallt huet an och nach selwer de gréissten Deel vun de Revisiounen a Reparaturen un dëse gigantesche  Maschinne tätege kann. Deemno sécherlech net nëmmen en Dram fir all Maschinnebauer.

10 l bulli Wanter 2017

Fir ofzeschléissen hunn si eis nach mat op de Wee ginn, dass Demanden fir Stage- oder Jobplatzen och ëmmer wëllkomm sinn.

Auteur: Gilles Nies


Journée Saar-Lor-Lux (Samschdes) 14.10.2017 | Lëtzebuerg

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

Um Haaptdag vun der Journée de l‘Ingénieur SaarLor-Lux (JSLL) haten mer Moies um 11 Auer RDV am „Musée des Tramways et des Bus  de la Ville de Luxembourg “. Eng Partie vun eis hunn deen däitsche a  franséische Publik  empfaangen di mat Busser komm sinn, während eisen President, den Dennis Hoevelmann, sech em di läscht Preparatiounen fir seng Ried gekëmmert huet. Wou bis de Sall mat ronn 200 Leit gefëllt war konnt et mat de Presentatiounen lassgoen. De  President vun daVinci, den Marc Solvi, huet d’Erëffnungsried  gehalen an huet säi grousse Luef an Remerciement ausgedréckt. D’Wuert  war dunn un onsem Minister fir nohalteg  Entwécklung an Infrastruktur, dem François Bausch. Hei  kruten mir di verschidden geplangten Phasen zum Tramausbau  gewisen an verschidden zukünfteg Netzausbau vun de Zuchstrecken. Nom Discours vun eisem Minister fir nohalteg  Entwécklung an Infrastruktur huet den Direkter vun der  Exploitatioun bei Luxtram, den Härr Carlo Hentzen, eis konkret Detailer iwwert den Tram presentéiert.  Heibäi war den techneschen Volet net ze kuerz komm soudass mer herno en  Iwwerbléck  iwwert de Fonctionnement vum Tram haten.  D’Erausfuerderung vun der  sécherer Integratioun vum Tram innerhalb der sougenannter “mobilité douce“ war och e Kärpunkt vun dëser Presentatioun.  Ofschléissend  war et un eisem President, de  Point de vue vun de jonken Ingenieuren aus der Groussregioun SaarLorLux zum 12 l bulli Wanter 2017

Thema zukünfteg Mobilitéit virzestellen. An dëser leschter Presentatioun  gouf d’Erausfuerderung vun der Bevëlkerungsdichtzounahm mat de bestoenden  Transportméiglechkeeten an Infrastruktur souwéi zukünfteg potentiell méiglech Léisungen, z.B. ewéi de Transrapid virgestallt. Den Härr Christian Zeyen huet di  Seance académique mat e puer Wierder dass mer um gudden Wee wieren ofgeschloss an eis op en Éierewäin agelueden deen vun der Stad Lëtzebuerg offréiert war. No enger klenger Stäerkung ass de Visittendeel bei herrlechem Indian-Summer Wieder agelaut ginn.  De grousse Publikum  gouf a 4 Gruppen agedeelt sou dass déi 4 verschidden Visittenplatzen à Tour de Rôle mat Schuttle-Busser besicht ginn sinn.


Um Programm stoungen:

Luetstatioun fir städtesch hybrid-elektresch Busser

gebraucht ginn, ginn vun engem automatiséierte Roboter all di néideg Stécker an Regaler gesicht. Dëst erméiglecht an engems och en digitaliséierten Iwwerbléck iwwert de Bestanddeel ze hunn. Ofschléissend vun dësem Visittendeel haten mer Geleeënheet kritt fir eng Fuerkabinn vun enger neier KISS-Autormotrice méi genee ënnert d’Lupp ze huelen.

Bei der Luetstatioun fir städtesch hybrid-elektresch Busser sinn mer gewuer ginn wéi d’Automatiséierung vun de sougenannten Pantographen  funktionéiert an wéi de Buschauffer sech ze orientéiere huet vir dat de Pantograph, deen un engem Mast hänkt, sech ob déi schmuel Kontaktfläch vum Bus erofloossen kann.

Den Atelier vun der CFL

Am Atelier vun der CFL kruten mer déi verschidden Révisiounsgleiser fir di ënnerschiddlech Zuchmodeller gewisen iwwert déi CFL verfüügt. Fir d’Zuchmodeller mat elektreschem Undréiwsystem kruten mer och d’Secherheetsvirrichtungen fir d’Aarbechten um Dach vum Zuch erkläert vir dat sech keen Liichtbou tëscht dem Aarbechter an der Catenaire bilden kann, sou dass déidlech Aarbechtsaccidenter evitéiert kënne ginn. Uschléissend krute mer ënnert anerem den automatiséierte Logistiksite mat den Ersatzdeeler gewisen. Jee nodeem wéi eng Stécker als Ersatz

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

bulli Wanter 2017 l 15


Funiculaire Pafendall-Kierchbierg

Bei der Visite vum Funiculaire PafendallKierchbierg  krute mer am Ufank eng kleng  Presentatioun an den Aarbechtscontaineren gehalen. Bei dëser  Presentatioun  kruten mer di verschidden ofgeschlossen Projetsphasen an Schwieregkeeten gewisen. Bei den  éischten Aarbechten vum Terrassement  waren Stécker vun der Festung  erëmfonnt ginn. Heimatter  war net gerechent ginn sou dass an enger  Tëschephase gekuckt misst ginn wéi een dat Denkmal trotz den Déblaisaarbechten am beschten  erhalen kéint. D’Fonctionnement vum Funiculaire war och net ze kuerz komm, soudass mer  hei gewuer ginn sinn, dass de Funiculaire mat Hëllef vun Sensoren, Kameraen an Regelungstechnik vollstänneg autonom  funktionéiere soll.   Zum  Zäitpunkt vun der  Visite waren all Bauphasen ënnerhalb dem  Anhalen vum Budget ofgeschloss sou dass nach d‘Betriebopnahm souwéi verschidden Testphasenopstoungen. Ofschléissend zu där Visite duerfte mer nach en Tour duerch de Maschinneraum maachen.

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

Luxtram

Beim Luxtram kruten mer fir d’éischt den Hangar mat de Révisiounsstroossen fir de Tram gewisen. Hei stoung nach den Tram deen bei der Journées Portes Ouvertes Bekanntschaft mat engem provisoreschen Quai gemaach hat an wouriwwer mol gutt gelaacht ginn ass. Uschléissend ass et lëschteg mat dem Touren-Fosse fir d’Rieder ze reprofiléieren viru gaangen, woumatter bekanntlech Wanterprofiller erstallt ginn ;) . Uschléissend sinn mer iwwert d’Wäschstrooss an den neien Tramsschapp gaangen. Hei stoungen zwee Tram’en déi asazbereet waren. Mir duerften bis an d’Chaufferskabinn eragoen. Schnell haten der puer vun eis di richteg Knäppercher fonnt gehat an hunn sech mat der Schell souwéi mat der Tut ameséiert. Nodeems d’Spillen eriwwer war sinn mer dunn ofschléissend nach an de Kontrollraum gaangen wou mer nach de Leitsystem erkläert kruten. No de Visitten sinn mer dunn erëm mat de SchuttleBusser am alen  Tramschapp gefouert ginn wou mer nach en Ofschlossiessen haten. Fir déi Jonk ass den Owend am Melusina bei der Trash Pop Party ausklénge gelooss ginn.

16 l bulli Wanter 2017


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous parler lors de la REEL ou d’autres événements similaires. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


Am groussen ganzen war et en flotten Dag mat interessante Visitten an mir sinn op di nächste Editioun gespaant, wat eis franséisch Noperen unzebidden hunn.

Auteur: Johan Winkel

Héi fannt dier zousätzlech nach den Link zu der RTL-Reportage vun dësem Event: http://www.rtl.lu/letzebuerg/1086263.html#p25

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

18 l bulli Wanter 2017


Schwar t z and Co Conseil en stratégie et management Energie - Eau - Transports

Pour rejoindre notre équipe (stages et CDI) envoyez un CV et une leere de moovaaon à recrutement@schwartz-and-co.com

Bruxelles ● Lausanne ● Londres ● Luxembourg ● Paris ● Pékin


Journée Saar-Lor-Lux (Sonndes) 15.10.2017 | Lëtzebuerg

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

Sonndes Moies goung et mam Jugendprogramm vun der Journée SaarLorlux weider. Nodeems mir an der Jugendherberge Kaffi gedronk hunn, goung et och schonns op de Knuedler, wou mir Rendezvous mam Jean-Pierre Wagener, fréieremPresident  vun der ANEIL an Éierepresident  vun Davinci haten. Den Här Wagener huet sech bereet  erkläert eis eng Visite guidée duerch  eis Haaptstad  ze ginn an eisen dätsche  Kollegen vum VDI an eis en bëssen  d’Geschicht vun Lëtzebuerg méi no ze bréngen. A senger Pensioun ass den Här Wagener, de Jemp, wéi mir e nennen sollten, als Guide beim Luxembourg Tourist Office täteg an huet vill Freed dru während der Touristesaison Visitten duerch ons Staat ze maachen. Hien huet eis dann och nach e puer Geschichten erzielt, wéi et zu senger Zäit  an der ANEIL war. Bei beschtem Wieder ass eis Visite also um Knuedler beim Hotel de Ville lass gangen. Wéi de Jemp eis erzielt huet, gëtt  et all Joer  eng Rëtsch auslännesch  Touristen, déi  probéieren am Hotel de Ville en Zëmmer  ze reservéieren, well se net wëssen, dass bei eis mat Hotel de Ville net en Hotel gemengt ass, mee dass dat d’Gemeng ass.  No dëser méi  witzeger Anekdot  si mir weider bei d’gëlle Fra gaangen. Bei Sonn a bloem Himmel ass d’Vue iwwert den Péitrussdall mat der Spuerkeess  am Hannergrond wahrscheinlech eng vun deenen schéinste Vuen vun der Staat Lëtzebuerg. Och fir e

20 l bulli Wanter 2017

Lëtzebuerger ass dat bei sou engem super Wieder ëmmer erëm en Highlight. Hei ass dann och déi eng oder aner Panoramafoto gemat ginn. Nodeems  de Jemp eis sou munches iwwert d’Kasematten, d‘Spuerkeess  an d‘gëlle Fra  erkläert huet, ass et du weider an d’Kathedral gaangen. Hei huet de Jemp eis d’Geschicht hannert zuelraichen Détailer erklärt  déi ee bannen a bausse  der Kathedral gesäit. Dunn ass eisen Wee weider a Richtung Cité Judicaire gaangen, wou mir ënnert  anerem och e bëssen iwwert d’Geschicht vun den Lëtzebuerger am zweete Weltkrich an iwwert d’Zäit vu Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger während der Nazibesetzung erzielt kruten. Als lescht Statioun vun eiser Visite guidée duerch d’Staat stoung dunn de Palais an d’Chamber um Programm, wou de Jemp eis e wéineg  iwwert d’Politik an déi groussherzoglech Famill erzielt huet.  Nodeems mir eis obligatoresch Gruppefotto virum Palais gemaach  hunn, war et dunn och schonn erëm Zäit  fir eis op de Wee fir eis nächst Visite ze maachen. E grousse Merci dann och nach eng Kéier op dëser Platz un de Jean-Pierre Wagener, deen eis eng super Visite duerch  ons Stad  gemaach  huet. Och eis dätsch  Kollegen vum VDI waren méi wéi begeeschtert vun dëser Visite an waren frou och eppes iwwert d’lëtzebuerger Geschicht a Kultur geléiert ze hunn, op dësem éischter technesch fokusséierte Weekend.


© Lukas Huneke; Andrès Lejona, Christof Weber

BIENVENUE CHEZ INCA

INCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil, offrant ses services depuis plus de 20 ans, dans des domaines aussi variés que : • la coordination et le pilotage de projets, • le bâtiment et les constructions industrielles, • les ouvrages d’art, • les infrastructures routières et ferroviaires, • l’hydrologie et la gestion de l’eau, • la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique), • la coordination sécurité et santé, • l’économie du bâtiment Toujours à la recherche de nouveaux talents, nous offrons régulièrement des stages étudiants ainsi que des postes fixes pour ingénieurs, architectes, techniciens et dessinateurs engagés. Envie de nous rejoindre ? Retrouvez nos propositions de stages ou d’emploi sur : www.inca.lu, linked’in et sur facebook ou envoyez directement votre candidature à jobs@inca-ing.lu.

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu


Dono hu mir eis op de Wee an de Fond-de-gras gemaach, wou eis zweet Aktivitéit vum Dag  sollt stattfannen. Mee als éischt hu mir eis bei engem gudde Mëttegiessen bei der Giedel am Fondsde-gras gestäerkt, schliisslech  ware mer all gutt hongereg vun eisem Trëppeltour duerch d’Staat. Bei beschtem Hierschtwieder konnte mir souguer nach e bëssen d’Sonn op der Terrasse  vum Restaurant genéissen.

Domadder ass dunn eisen SaarLorLux-Weekend och leider op en Enn gaangen, mee wéi mir eis all eenz waren, war et en erfollegräichen  an interessanten Weekend a mir si gespaant wéi et d’nächst Joer gëtt. Dann fënnt  d’Journée SaarLorLux a Frankräich  an der Lorraine statt.

Auteur: Michel Reisch

Nodeems jiddereen de Bauch voll hat, konnte  mer dunn gutt  gestäerkt eis lescht Aktivitéit vun der Journée SarLorLux ugoen, eng Faart mam Dampzuch am Fond-de-Gras. Heifir hate mir exklusiv fir d’ANEIL den Dampzuch fir de Nomëtteg gelount, sou dass mir och d’Fräiheet haten eis alles um Zuch kennen a Rou, ouni de Betrib  vun aneren Aktivitéiten am Fond-de-Gras ze stéieren, unzekucken. Fir vill Leit huet des Visite mat Sécherheet zu engem vun den Highlighten vum SaarLorLux-Weekend gehéiert. Et kritt een schliisslech net all Dag d’Geleeënheet eng Damplokomotiv esou no ze gesinn.. Nodeems sech déi éischt Ingénieurseuphorie du geluecht huet, konnte  mer Platz  huelen an engem vun den klasseschen Waggonen  fir eng Faart  bis op Péiteng an erëm  zeréck. D’Waggonen  aus der éischter Klass mat deck gepolsterten Setzer an hëlzen  Verzéierungen hunn engem den Androck vermëttelt et wier een an engem Western Film. An esou engem Waggon hätt een och scho  méi eng laang Faart ausgehalen. No enger idyllescher Faart duerch  de Bësch  si mer dunn zu Péiteng ukomm, wou eis Lokomotiv fir d’Réckfaart  an de Fond-deGras nees op déi aner Säit  vum Zuch ugehaange ginn ass. Hei haten mir dunn d’Méiglechkeet an den Führerstand  ze klammen an eis all d’Detailer  vun der Technik vun enger Damplokomotiv erklären ze loossen. Wat déi meescht wäert erstaunt hunn, ass dass den begrenzenden Faktor vun enger Dampmaschinn net d’Quantitéit u Kuelen ass mee éischter d’Quantitéit u Waasser. Nodeems dunn eng Réi Leit hu missen d’Päif vun der Lokomotiv testen, hu mir eis du mol léiwer nees op de Wee an de Fond-de-Gras gemaacht, fir den Péitenger Awunner net ze vill op d’Nerven ze goen, well sou eng Päif vun enger Dampmaschinn ass awer zimlech haart an et héiert een se wäit duerch d’Duerf. Zréck am Fond-de-Gras hate mir dunn nach d’Méiglechkeet eis den Schapp an d’Atelieren unzekucken. Hei gouf et och sou munch interessant Saach ze gesinn. Vun eeler Diesellokomotiven iwwert en Autorail bis zu weideren Dampmaschinnen, déi grad umgang sinn komplett restauréiert a fuerbereed gemaach  ze ginn. Zudeems konnt  een hei en klengen Deel vun der lëtzebuerger Eisebunnsgeschicht gesinn.

Fotoen: Charly Huberty, Johan Winkel

22 l bulli Wanter 2017


DETE I MAD ABOUT SOUL

LA MAÎTRISE DU BÉTON ARCHITECTONIQUE Le nouveau bâtiment de la CSSF (Commission de Surveillance du Secteur Financier), situé aux portes de la ville de Luxembourg route d’Arlon, représente une réelle prouesse architecturale. Soludec a livré cet ouvrage clé en main en septembre 2015 ; le délai, le budget et la qualité requis ont été parfaitement respectés.

La réalisation de la façade en béton architectonique blanc a été également un véritable défi. Son montage et sa fixation ont demandé l’élaboration d’une méthode particulière : à la fois monolithique et aérienne, elle est tout simplement adossée au bâtiment. Plus de 600 personnes s’affairent sur 5 niveaux et 17.000 m2 de bureaux, au confort hors norme.

Architectes : JSWD et Bertrand Schmit.

TEL.: 26 59 91

www.soludec.lu


Visite Chantier Hamilius 27.10.2017 | Lëtzebuerg

Freides den 27ten Oktober um 15.00 Auer waren mir de Chantier vum Royal Hamilius besichen. Eis Visite huet domat ugefaange, dass mer hunn missen 32 Meter erofgoen  fir ob den eneschten Niveau ze gelangen. Den Här Sibenaler vun CDCL deen eis d´Visite gemaach  huet, huet eis erkläert  dass mer  eis Momentan géifen am zukünftegen Parkhaus befannen. Vun do aus ass et dunn logescherweis erëm erop gaangen, iwwert  3 aner  Niveauen déi  identesch waren. Lues an lues huet en dunn bëssen  erstaunt wat fir eng Dimensiounen dësen  Projet (36.000 m2) iwwerhaapt huet. Mëtt 2019 wann dann alles fäerdeg soll sinn, wäert dësen Royal Hamilius eng Fläch vun 16.000 m2 fir den Commerce, 1.000 m2 fir Hotel/Café, 10.000 m2 fir Büroen, 7.500 m2 Wunnfläch  an nach 1.250 m2 fir den Service faassen. Den Budget fir dësen Projet leit bei ongeféier 100 Milliounen Euro an et schaffen eng 140 Leit aus 13 Natiounen drun, fir dass den Budget och agehalen gëtt. Et muss een och bedenken, dass dat ganzt een risegen  logisteschen Opwand  ass. Et geet  jo net nëmmen duer déi al  Saachen an een Koup ze räissen  an een Lach  ze gruewen. Nee den ganzen Schutt muss aus dem Zentrum vun der Stad eraustransportéiert ginn, wat bei dem ganzen Trafic  natierlech och net sou einfach aus. Ausserdeem  dierf dësen  Chantier natierlech Liewensqualitéit vun den Leit an der Noperschaft net ze vill beaflossen, bedeit spéitstens um 19 Auer ass fir 24 l bulli Wanter 2017

jiddereen Feierowend. Mä och di 15-20 Milliounen m3 Beton déi fir dësen Komplex gebraucht ginn mussen fir d‘éischt  mol dohin  gefouert ginn. Een weideren intressanten Punkt ass dann och nach, dass Vestiairen vun den Aarbechter dauernd ob Wanderschaft sinn, vue dass ausserhalb  vum Chantier keng Platz fir di Containeren ass ginn se ëmmer do opgestallt wou grad keng Aarbechten ufalen. Wann dann alles gutt  leeft, wouno et momentan ausgesäit soll den Réibau 2018 fäerdeg ginn. No der Visite sinn ma dunn nach mat den Leit vun CDCL een drénken gaange  an mir konnten hinnen nach sou munch Froen stellen.

Fotoen: Sarah Kunsch


NOUS ALLONS PLUS LOIN

ECOlogistics for our future I www.cflcargo.eu


Ech freeën mech scho drop wann dat ganzt fäerdeg ass, well den modernen an oppenen  Design mat vill Glas mir perséinlech extrem gutt gefält an perfekt bei eisen neien Slogan „let´s make it happen“ an eis Stad  passt an ech hoffen, dass d‘ANEIL nach eng Kéier d‘Chance kritt fir eng Visite hei ze maachen.

Auteur: Pierre Duhr

Fotoen: Sarah Kunsch

26 l bulli Wanter 2017


CERATIZIT Group Tooling the Future. Since 1921.

Depuis plus de 90 ans, CERATIZIT fait office de pionnier dans le secteur des solutions à base de matériaux durs destinés à l’usinage et à la protection contre l’usure. Le groupe privé dont le siège est situé à Mamer (Luxembourg) conçoit et produit des outils coupants hautement spécialisés, des plaquettes amovibles ainsi que des barreaux fabriqués en matériaux durs.

Dans différents secteurs utilisant des pièces d’usure, CERATIZIT Group occupe la position de leader mondial et développe régulièrement de nouvelles nuances de carbure, de cermet et de céramique, notamment pour le travail du bois et de la pierre.

50 filiales commerciales 24 sites de production

1 siège social Mamer / Luxembourg

> 90 000 produits différents

> 600 brevets et modèles d’utilité

6 000 employés

> 100 employés dans la R&D

30 % de nouveaux produits (5 dernières années)

> 100 prix innovation

Tooling the Future. www.ceratizit.com


Prix d‘excellence de la fondation Enovos 11.11.2017 | Lëtzebuerg

Fotoen: Johan Winkel

Den 11. November war am Forum Da Vinci déi mëttlerweil sechsten Iwwerreechung vum sougenannten “ Prix d’excellence de la fondation Enovos”, vu villen och just einfach “Prix Enovos” genannt. Mat dësem Präis, deen a Kooperatioun vun der Fondation Enovos, der Fondation de Luxembourg,   Da Vinci an der Aneil vergi gëtt, gi besonnesch gutt Masteraarbechten  aus dem Ingenieursberäich  geéiert. Dëse Präis  huet d’Ziel, de Beruff vum Ingénieur ze valoriséieren. Ëmmer  méi Secteuren gräifen  op d’Qualitéiten vum Ingenieur zréck a sou fënnt een den Ingenieur hautesdaags ëmmer  méi och ausserhalb vun den klasseschen Ingenieursberäicher  erëm. De Bedarf un Ingenieuren  ass a bleift héich  zu Lëtzebuerg. Wéi  den Här Solvi a senger Ried um Prix Enovos sot, wäert de Beruff vum Ingenieur och an Zukunft en sécheren Beruff sinn. Aus dësem Grond muss de Beruff vum Ingenieur aktiv gefördert ginn. En onofhängege Jury, deen aus 6 Ingenieuren  aus ënnerschiddlechen Beräicher bestanen  huet, huet déi 23 Kandidaturen, déi dëst Joer eragereecht goufen bewäert  an huet déi 6 beschten Aarbechten  erausgesicht. Bei der Bewäertung  huet net eleng  just d’Thema vun der Aarbecht  gezielt mee beispillsweis och d’Aart  a Weis wéi  d’Aarbecht geschriwwen ass, den Aspekt vun der Nohaltegkeet, den prakteschen Notzen, wéi vill  néi Fuerschung/Entwécklung stécht  dran,

28 l bulli Wanter 2017

d’Sensibiliséierung op aktuell wichteg Themen wéi Ëmweltschutz an Wirtschaftlechkeet oder och wéi originell d’Aarbecht ass hunn eng Roll gespillt . D’Laureaten  vun dësem Joer waren: Anna Gidt, Michel Falz, Dany Pereira Figureido, Dennis Hövelmann, Yann Lotzkes an den Christophe Armborst. Si  konnte sech jeeweils  iwwer 2500€ Präisgeld freeën. Et lount sech also matzemaachen. Och d’nächst Joer fënnt de Prix Enovos erëm statt. Déi Leit déi geschwënn  fäerdeg gi  mat hirem  Studium a matmaachen wëllen, solle sech fréizäiteg  iwwert d’Konditioune fir matzemaachen informéieren.

Auteur: Michel Reisch

Foto: RTL, Domingos Oliveira

http://www.rtl.lu/fotoen/29064/photo/#p7


Masteraarbescht vum Dennis Hövelmann

Gefördert durch die Bundesrepublik Deutschland

aufgrund eines Beschlusses des deutschen Bundestages

Erneierbar Energien emittéiere grondsätzlech manner vum klimaschiedlechen CO2 oder si souguer CO2-neutral. Dës erneierbar Energien hunn allerdéngs deelweis aner schiedlech Emissiounen, déi musse   berécksiichtegt ginn. D‘Feinstaubemissiounen aus der energetescher Biomassnotzung stellen, opgrond vun de gesondheetleche Suitten, eng net vernoléissegbar Emissiounsquell duer. Dës Emissioune kennen zum Beispill mat engem elektrostatesche Steppsofscheeder reduzéiert ginn. Dëse Bericht beschreift d‘Masteraarbecht iwwert d‘Weiderentwécklung vun engem elektrostatesche Steppsofscheeder, souwéi der Upassung vun enger dozou noutwenneger Versuchsanlag. Zousätzlech gouf eng adequat Miessmethodik mat  Hëllef vun enger Kombinatioun vun de  Steppsmoossnorme VDI 2066 an DIN SPEC 33999 definéiert. D‘Prinzip vun der elektrostatescher Ofscheedung berout op der Opluedung vun den ofzescheedende Partikelen an engem elektresche Feld (Bild 1). Un der Sprühelektrod gi fir d‘éischt ënnerschiddlech Luedungsdréier generéiert, déi sech an engem zweete  Schrëtt un d‘Partikelen ulageren. Jee nodeems  wéi eng Luedung d‘Partikelen no  dësem Virgank hunn, ginn se entweder vun der positiv gepoolter  Sprühelektrod oder vun der negativ geluedener Nidderschlagselektrod

ugezunn. De System ass esou ausgeluecht, dass d‘Partikelen gréisstendeels positiv geluede ginn, soudass d‘Partikele virun allem Richtung Nidderschlagselektrod wanderen. Fir dass des Partikelen d‘Nidderschlagselektrod  erreechen an do och kennen ofgescheed ginn, muss d‘Verhältnis  tëschent der Verweilzäit vum Ofgas (inklusiv Partikel) am Ofscheeder an der CoulombKraaft1 stëmmen. Woubäi d‘Verweilzäit vum Ofgas am Ofscheeder iwwert d‘Stréimungsvitesse am Ofscheeder an der Längt vum Ofscheeder definéiert ass (Bild 1). Wat den Ofscheeder méi laang an d‘Vitesse méi kléng ass, wat d‘Verweilzäit méi laang gëtt. Während d‘Stréimung d‘Partikele vertikal duerch den Ofscheeder transportéiert, zitt d‘Coulomb-Kraaft an horizontaler Richtung vun der Sprühelektrod op d‘Nidderschlagselektrod [1]. D‘Viraussetzung fir eng sécher Ofscheedung ass deemno, dass d‘Verweilzäit méi grouss ass wéi déi Zäit, déi d‘Partikele brauche fir vun der Sprühelektrod un d‘Nidderschlagselektrod ze wanderen. Dës Ofsetzzäit gëtt iwwert den Ofstand tëschent Sprüh- an Nidderschlagselektrod, souwéi der Wanderungsvitesse an horizontaler Richtung bestëmmt. D‘Wanderungsvitess an horizontaler Richtung  gëtt vun der Coulomb-Kraaft an de bremsenden Trägheets- a Reiwungskräften (StokesBeräich) bestëmmt.

1

D‘Coulomb-Kraaft beschreift eng Kraaft, déi vun ënnerschiddleche Potentialer (Luedungen) induzéiert gëtt. [1]

2

Am Stokes-Beräich besteet e linearen Zesummenhang tëschent dem Reiwungsdrockverloscht an der Partikelvitesse.

30 l bulli Wanter 2017


Bild 1: Prinzip vun der elektrostatescher Steppsofscheedung [2]

De System besteet aus enger Ofscheedungskëscht, déi flexibel an den Ofgasrouer tëschent Kessel a  Kamäin kann agebaut ginn. Dobäi ass den EFC (Elektrostatesche Filter Controller) d‘Haaptelement vum Ofscheeder (Bild 2). Den EFC generéiert d‘Héichspannung an  iwwerhëlt déi

kesselonofhängeg Reegelung vum System mat de Parameter Stroum, Spannung an Ofgastemperatur. D‘Bild 3 weist d‘Sprühelektrod am aktiven Zoustand. Déi sougenannte Koronaentluedung a Form vu bloe Wolleke kann een däitlech erkennen.

Bild 2: Elektrostatesche Filter Controller [3]

Bild 3: Sprühelektrod am aktiven Zoustand (ausgebilte Koronaentluedung) [3]

bulli Wanter 2017 l 31


Den Ofscheedungsgrad gëtt iwwert déi  ënnerschiddlech Steppsbeluedunge virum - an nom Ofscheeder no folgender Formel 1 bestëmmt. Virum Ofscheeder  gëtt d‘Ofgas mat „Rohgas“ an nom Ofscheeder mat „Reingas“  bezeechent (Bild 4). Den Ofscheedungsgrad  gëtt  deemno aus de

Steppsbeluedunge vun de Miesstellen 1 an - 2 bestëmmt. Dëse Miessopbau, entspriechend den  Ufuerderungen aus der VDI 2066 an der DIN SPEC 33999 gouf och als Komponent vun  dëser Masteraarbecht realiséiert.

Bild 4: Opbau vun der Testanlag fir d’Weiderentwécklung vum elektrostateschen Ofscheeder [3]

Formel 1:

η=1−

An der Tabell 1 sinn d‘Mëttelwäerter vun de relevante Resultater fir de Verglach vun zwou ënnerschiddleche Sprühelektroden zesummegefaasst. Déi eenzel Steppsbeluedungen ënnerleien den typesche batchverbrennungsa wiederbedéngte Schwankungen,  trotzdeem sinn Ofscheedungsgrade mat ongeféier 66% a 67% bal d‘nämmlecht. Déi  duerchschnëttlech  elektresch Leeschtung un der Hovalelektrod ass mat 6 W méi grouss ewéi déi duerchschnëttlech  elektresch Leeschtung vu 4,7 W bei der Turbulatorelektrod. Héich Leeschtunge beschreiwen eng intensiv Korona (zum Beispill opgrond vu proppere Spëtzen un der Sprühelektrod, d‘Relevanz vun deene Spëtze kann een um Bild 3 gutt erkennen) an domat e méi héicht Ofscheedungspotential. Trotzdeem sinn déi elektresch Leeschtungen no deenen éischte  Betribsstonne bei der Hovalalektrod ëm de Faktor 2 méi kléng. De Mëttelwäert ass

32 l bulli Wanter 2017

crein croh

[4]

dovun ofwäichend méi grouss, well d‘Hovalelektrod méi en héijen Ufanksstroum huet. Allerdéngs sinn d‘Steppsbeluedungen alles an alles méi kléng, soudass och manner Stepps huet missen opgeluede ginn. D‘Schwankunge vum Ofscheedungsgrad si bei der Hovalelektrod méi grouss wéi bei der Turbulatorelektrod, dëst kann een un der méi héijer Standardofwäichung an der Tabell 1 erkennen. Stepps, den sech mat de Betribsstonnen op der Sprühelektrod ofsetzt, kann zu enger  reversibeler Inaktivéierung vun der Sprühelektrod féieren, esou dass déi elektresch Leeschtung  ofhëlt soubal d‘Spëtze vun der Sprühelektrod mat Stepps bedeckt sinn. Als Resultat gouf d‘Hovalelektrod a Kombinatioun mat enger Botzvirriichtung als besser bewäert.


Mittelwerte

Turbulatorelektrode

Hovalelektrode

Leistung während den Messungen

4,70 [W]

6,00 [W]

Abscheidegrad

66,30 [%]

67,33 [%]

Maximaler Abscheidegrad

ca. 78 [%]

ca. 85 [%]

7,29

10,47

25,20 [mg/Nm3]

20,42 [mg/Nm3]

8,72 [mg/Nm3]

6,33 [mg/Nm3]

Standardabweichung Abscheidegrad Rohgasbeladung während den Messungen Reingasbeladung während den Messungen

Tabell 1: Vergläich vun Turbulator- an Hovalelektrod unhand vu Mëttelwäerter [3] D‘Bild 5 beschreift d‘Charakteristik vun der Koronaentluedung. D‘Korona setzt eng vu verschiddene Faktoren ofhängeg Mindestspannung (Koronaasetzspannung) viraus.  Donieft ass den Aarbechtsberäich vun der Koronaentluedung, respektiv vum Ofscheeder opgrond vun der Duerchschlagsspannung no uewe begrenzt. Wat den Duerchmiesser vun der Sprühelektrod méi kléng ass, wat den Aarbechtsberäich tëschent Koronaasetzspannung an Duerchschlagsspannung méi grouss ass. De kléngen Duerchmiesser gëtt an dësem Fall duerch déi spatz Kante realiséiert. Dës Kanten erméiglechen d‘Ausbildung vun engem inhomogenen elektresche Feld (keng parallel

Feldlinnen). An engem homogenen elektresche Feld ass eng Koronaentluedung net méiglech, well an dem Fall d‘Koronaasetzspannung an d‘Duerchschlagsspannung identesch sinn. En Duerchschlag ass e Kuerzschluss opgrond vun enger vollstänneger Ioniséierung vun engem Loftkanal (ähnlech wéi e Blëtz, Bild 6) a verhënnert den Opbau vun engem elektresche Feld an domat och déi elektrostatesch Opluedung vu Partikel.  Weiderhi beaflossen dës Duerchschléi d‘Liewensdauer vun  eenzelen Anlagekomponenten an d‘EMV3. Deemno mussen dës Duerchschléi op ee Minimum reduzéiert ginn.

Bild 5: Zesummenhang tëschent der Koronaspannung an dem Radius vun der Sprühelektrod [5]

Bild 6: Foto vun engem Iwwerschlag am Ofscheeder [3]

3

Elektromagnéitesch Verdréiglechkeet.

bulli Wanter 2017 l 33


DRIVE YOUR CAREER

www.goodyear-dunlop.com/career


Grondsätzlech klëmmt den Ofscheedungsgrad an dëse Systemer mat der Erhéijung vun der Spannung am Ofscheeder. Opgrond vum primären Ziel esou vill wéi méiglech Stepps ofzescheeden, soll d‘Spannung deemno liicht ënnert der Duerchschlagsspannung agestallt ginn. Mee d‘Koronaasetzspannung souwéi d‘Duerchschlagsspannung sinn net stationär. Ënnerschiddlech Aflossfaktoren, wéi d‘Ofgastemperatur, déi relativ Ofgasfiichtegkeet, d‘Stréimungsvitesse oder d‘Partikeleegeschafte féieren zu enger  permanenter Variatioun vun dëse Schlësselparameter. Dës Aflossfaktore kënnen allerdéngs wéinst hire Wiesselwierkungen net direkt an d‘Reegelung iwwerholl ginn,  soudass eng experimentell Sich no den ideale Regelparameter noutwenneg war. Bild 7 weist déi experimentell Entwécklung vun engem ideale Kompromëss (giele Feil) am Zielkonflikt tëschent enger héijer duerchschnëttlecher Spannung a gläichzäiteg nidderegen Duerchschlagszuelen. E Miessdag entsprécht ongeféier 8-10 Betribsstonnen vum Ofscheeder. Doduerch sinn ongeféier 90% vun der Kesselbetribszäit ofgedeckt. An de kriteschen, instationären Zoustänn Ufeieren an Ausbrand kann den Ofscheeder net déi komplett Phase ofdecken.

Den Ofscheeder schalt bei enger minimaler Ofgastemperatur an, a beim Erreeche vun der Ofschalttemperatur4 erëm of. Am Fall vun engem Duerchschlag gëtt dat elektresch Feld ënnerbrach an iwwert eng definéiert Spannungsramp erëm opgebaut. Dëse Virgank  kann tëschent 30 - a 60 Sekonnen daueren, dobäi leit d‘Spannung däitlech ënnert der Sollspannung. D‘Auswiel vun der duerchschnëttlecher Spannung iwwert d‘Miessdeeg  berécksiichtegt dës „net aktiv“ Zäiten an  erlaabt domat d‘Ermëttlung vun den ideale Parameterastellungen an der Reegelung vum EFC. Dës Reegelung erkennt Duerchschléi, souwéi Zoustänn an  deenen Duerchschléi héchstwahrscheinlech sinn, mat Hëllef vun indirekte Schlësselparameter. Dës  Reegelung reagéiert deemno mat  enger vum Bedreiwer parametréierbarer Sensibilitéit op kriddeleg Zoustänn. D‘Reegelung erhéicht an dem Fall den Ofstand zur Duerchschlagsspannung mat enger moderater an zäitlech begrenzter Spannungsreduktioun.

Bild 7: Experimentell Entwécklung vun adequate Regelparameter [3]

4

Fir eng Iwwerreegelung ze vermeiden, leit d‘Aschalttemperatur mindestens 4°C iwwert de Ofschalttemperatur.

bulli Wanter 2017 l 35


Dëse Bericht beschränkt sech op eenzel a kuerzgefaassten Elementer vun dëser Masteraarbecht an deckt deemno net all behandelte Weiderentwécklungen, Aufgaben an Diskussiounen of. Op dëser Platz well ech nach eng Kéier all deene MERCI soen, déi mech bei menger Masteraarbecht ënnerstëtzt a motivéiert hunn, virun allem dem Prof. Dr. Ing. Sergiy Antonyuk vun der TU Kaiserslautern, souwéi dem Dr. Bodo Groß an dem Alexander Berhardt vun der IZES gGmbH.

Auteur: Dennis Hövelmann Email: dennis.hoevelmann@gmail.com

[1] H. J. White, Entstaubung industrieller Gase mit Elektrofiltern, Leipzig: VEB Deutscher Verlag für Grundstoffindustrie, 1969. [2] B. Groß, A. Berhardt, „Elektrostatische Staubabscheider,“Zukünftig Standard für Biomassekessel?, Saarbrücken, 2014. [3] IZES gGmbH, Dennis Hövelmann, 2017. [4] M. Stieß, Mechanische Verfahrenstechnik II, Berlin, Heidelberg: Springer-Verlag, 1997. [5] F. W. Peek, „Dielectric Phenomen in High Voltage Engineering,“ Mc Graw Hill, p. 3rd edition, 1929 New York.

ProNewTech S.A. ICT Consulting Engineers

Our highly skilled specialists are trained to design the best fitting solutions to the needs of your projects. We follow the projects during the different phases up to the implementation. Our Request for proposals are unique and consist of a proven methodology. We offer most advanced technology approaches in our domain of activities in civil construction Smart Building projects and green ICT networks needed for the digitalization of companies workflow. ProNewTech S.A. 55, allée de la poudrerie L-1899 Kockelscheuer

Lalux Assurances à Leudelange : Architecte Jim Clemes

SES Techcom Services – Implémentation d’un projet de téléport au MENA

Tél. +352 32 99 20 1 Fax. +352 32 99 20 11 www.pronewtech.lu info@pronewtech.lu Maison du Livre – UNI Belval : Groupement – Valentiny HVP architectes-B+G Inginierie RMC Consulting – Fonds Belval


h2a .lu

Pour toute information ou prise de rendez-vous, contactez-nous :

Vous avez un projet d’entreprise ? L’équipe pluridisciplinaire de la « House of Entrepreneurship » est à votre service pour vous conseiller, vous assister et vous accompagner dans toutes les étapes de la création et du développement de votre entreprise.

14, rue Erasme L-1468 Luxembourg T. : +352 42 39 39 330 info@houseofentrepreneurship.lu houseofentrepreneurship.lu

Une initiative de :

En partenariat avec : 1535°, ADEM, Chambre des Métiers, guichet.lu, ITM, IPIL, Luxinnovation, MCAC, nyuko, Technoport, Ministère de la Santé, Ministère de la Fonction publique et de la Réforme administrative - CFUE


Interview Laboratoire National de Santé (LNS) Als Chemiker am Staatslabo schaffen Mat dësem Artikel wëlle mir iech erzielen wat een Chemiker am Staatslabo  genau mécht. Dofir hu mir si den Labortoire  gebieden eis en Chemiker an den Interview ze huelen den iech erklär firwat hin grad an dem Betrib schafft, wéi seng Aufgaben am Alldag ausgesinn a villes méi. Um Schlusset en eis nach deen een oder anere gudde Rotschlo op de Wee.   De Staatslabo heescht eigentlech guer  net esou. Den offiziellen Numm ass Laboratoire National de Santé (LNS), ma besonnesch di eeler Generatioun kennen de Laboratoire als Staatslabo um Verluerekascht.  Enn vum 19ten Joerhonnert, no enger Choleraepidemie, gouf de LNS als Laboratoire pratique de Bactériologie gegrënnt.  1965 gouf en als Institut d’Hygiène et de Santé Publique ëmbenannt, 1980 koum  den Numm Laboratoire National de Santé. E grousse Changement koum 2013: de Laboratoire ass vum Verluerekascht op Diddeleng an en neit a funktionellt  Gebai geplënnert. Donieft  huet säi  Statut vun enger staatlecher Administratioun zu engem „Etablissement public“ ënnert der „Tutelle“ vum Gesondheetsministère geännert. Haut huet de  Staatslabo 6 wëssenschaftlech  Departementer, di allegur am Gesondheetsbereich Analysen maachen: Genetik, Pathologie, Mikrobio, Médecine légale, Biologie médicale an «Laboratoires Protection de la Santé“, wou insgesamt em di 250 Leit schaffen aus de verschiddenste  Berufer: Laboranten, TechnechMedezinesch  Assistenten, Mediziner, Biologisten, Chemiker, ...    

38 l bulli Wanter 2017

Wee bass du a wat schaffs de am Staatslabo?   Mäin Numm ass Georges Dahm, an ech schaffen als Chemiker am Staatslabo, mi genee am „Service d’hygiène du milieu et surveillance biologique» am «Département des Laboratoires Protection de la Santé“.       Wéi bass de an de Staatslabo komm?   Ech hunn zu Stroossbuerg Chimie  studéiert. No menger Dokteraarbecht  hunn ech no enger Platz gesicht, souwuel  an der Industrie wéi och als Postdoc an engem akademesche Labo. Mäin Plang war eigentlech net fir onbedéngt  op Lëtzebuerg zeréckzekommen  E Kolleg hat mer eng Annonce vum Staatslabo geschéckt di deemools en Chemiker gesicht  hunn. De Beräich  Schwéiermetalanalytik hunn ech interessant fonnt a  mech och dohinner gemellt.          Waat mécht däin Service eigentlech? Den Numm ass komplizéiert...   Mäin Service deckt zwee Felder of:  Fir d’éischt moosse mir eng ganz Rei Schuedstoffer : d‘Phtalater, Pestiziden, Planzeschutzmëttel, flüchteg Substanze wéi Formol oder Benzol, PAK‘en, Schwéiermetaller, etc De But dovunner ass fir d‘Belaaschtung vum Mënsch op senger Aarbechtsplaz oder doheem (in door pollution) ze moossen an am Fall vun enger Expositioun ze reagéieren, also d‘Quell vun der Expositioun ze besäitegen. 


Nous sommes fiers de ce que nous avons accompli et de notre esprit d'entreprise, qui nous ont permis de devenir leader dans nos secteurs d’activité. Ainsi, nos aciers Histar® made in Differdange sont intégrés dans la charpente du Bow, le plus haut gratte-ciel de Calgary et le plus grand bâtiment en structure acier de l’Ouest du Canada.

C'est nous

http://luxembourg.arcelormittal.com

© Foster&Partners / Terri Meyer Boake

Leadership


Di Schuedstoffer kenne vun enger Heedevuel verschiddene  Matricen hierkommen: Formol aus Spanplacken, Permethrin am Teppech, Phtalater aus dem Plastik. Op laang  Dauer kann esou eng Expositioun krank maachen. Dobäi schaffe  mir enk mat der Aarbechtsmedezin, dem Gesondheetsministère, dem Contrôle du Marché vum Ilnas, etc zesummen.   Donieft bedreiwe  mir d’Plattform vum LNS fir d’Schwéiermetalanalytik.  Schwéiermetaller wi Bläi (Pb), Cadmium (Cd), Quecksëlwer (Hg),  etc sinn ebenfalls gëfteg an de Mënsch sollt en net ze vill ausgesat sinn. Meng Equipe moosst  dofir de  Gehalt a  mënschleche Prouwe wéi Blutt, Piss, Serum, Hoer fir d’Expositioun ofzeschätzen.  Beispillsweis kenne Stolaarbechter dësen Elementer ausgesat sinn. Schwéiermetaller moosse  mer awer  och an de  Liewensmëttel, wou europäesch Grenzwäerter agehale musse ginn.       Wat sinn deng alldeeglech Aarbechten?   Meng Aufgabe  sinn eigentlech ganz verschidden, wat de Reiz vun der Aarbecht ausmëscht. De flottsten Deel ass sécher d‘Labosaarbescht: Analysen duerchféieren, nei Methoden entwéckelen an testen. Eise Service ass accreditéiert no der Norm ISO 17025, eng Norm wéi 9001 fir Laboratoiren. Dëst meescht vill Aarbecht, besonnesch virun den Auditten. Awer och sos ass vil ze maache fir d’Qualitéit vun den Analysen ze gewährleisten: un Ringversich deelhuelen an se auswäerten, metrologesch Aarbechten, Prozeduren schreiwen, ... Als Responsable  fir Emweltanalyse  muss ech al eenzel Analyse validéieren.  En ëmmer  mi groussen  Deel ass Verwaltungsaarbecht: Managë  vum Service, a besonnesch sech erëmklappe mat eiser Verwaltung an externe Fournisseuren. Mobil sinn ass wichteg: ech si  reegelméisseg  op Formatiounen oder op Konferenzen. Dëst  erlaabt et, fir um leeschte  Stand ze bleiwen an sech mat Kollegen aus ganz Europa auszetauschen. Ausserdeem sinn ech zum Délégué à la Sécurité vum Haus gewielt ginn. Dofir muss ech nokontrolléieren, dass d‘Leit sécher  an a gudde Konditioune

schaffe kennen an di néideg Sécherheetsmesuren a Materialien do sinn.     Wéi kann een sech eng Analys bei iech virstellen?   Ma am beschte  gesitt  der dat op der Platz. Anscheinend soll d‘Aneil eng Visite bei äis plangen :)  Den Oflaf ass generell de selwechten: d‘Prouf kennt an den LNS. Fir d‘éischt geet se an eng informatesch Datebank (GLims) agedroen. Dono kennt  eng prä-analytesch Etapp  wou eng verdënnte  Léisung aus dem Echantillon gemaach gëtt.  Dëst kann duerch eng Extraktioun mat organesche Léisungsmëttel  gemaach ginn oder duerch  sauer Akachen an enger spezieller Mikrowell. Dono kennt d‘Prouf op di entsprechent Maschinn an d’Wäerter gi gemooss. Di ginn dono, wann d’intern an extern Kontrolle  korrekt sinn,  an de  GLims agedroen an dem Prescripteur, also dem Patient, Dokter  oder Ministère matgedeelt. Fir di verschidden  Analyten hunn mer di entspriechend Miessapparater: Gazchromatographie coupléiert mat engem Massenpektrometer an HPLC fir organesch Moleküllen, d’ICP-MS (inductively coupled plasma mass spectrometry) fir Schwéiermetaller an Elementer. Iwwer de  Service de chimie pharmaceutique, mat dem mer ganz enk zesummenschaffen, hunn mer ebenfalls Zougrëff op “Headspace GC-MS” an en “Time of flight” Massenspektrometer, di et erlabe  Scrreninge vu  ganz onbekannte  Substanzen ze maachen. All dëst  erlaabt et, fir séier an prezis, de Gehalt un méi oder manner gëftege  Substanze  festzestellen an domat d‘Leit virdrunner ze schützen.

Fotoen: LNS

40 l bulli Wanter 2017


Goblet Lavandier & Associés Ingénieurs-Conseils S.A. a été fondée en 1948 en tant qu’entreprise familiale. Aujourd’hui la société compte une centaine de collaborateurs et de collaboratrices, représentant une dizaine de nationalités. Les services de Goblet Lavandier & Associés comprennent toutes les prestations classiques d’ingénieur-conseil en génie technique (études avec suivis de chantier), complétées par un éventail de prestations spécifiques, résultant ainsi en une gamme complète de services permettant d’entamer tout projet de construction ou de transformation.

&

Dienstleistungen Planung und Bauüberwachung in den Bereichen Energie, Haustechnik Elektrische Anlagen, Sanitär- und Gasanlagen, Sicherheitstechnik, Kommunikationstechnik, Mess- Steuer- und Regelungstechnik, Elektromechanische Transportsysteme, Küchen, Simulationen Umwelt, Wartung und Instandhaltung, Genehmigungsanträge, Commodo/incommodo, Konformitätsaudits.


Hei ze schaffen huet en enormt Potential: et gett ëmmer  nei Saachen ze analyséieren a  mat ville  verschiddene  staatlechen an net-staatlechen Acteuren zesummenzeschaffen.  Perséinlech gefält  mer och, dass d‘Weiderbildung grouss geschriwwe  gett  an dass ech eng (relativ) grouss Fräiheet hunn.     Wat gess  de (Wëssenschaft)Studente  mat op de Wee?   Als éischt: genéiss d’Studentenzäit :) Ech hat di lescht REEL zu Stroossbuerg matorganiséiert, wat eng flott Erfarung war a wou ee vill leit kenneléiert.  Léier wats  de gär méchs. Ech hunn am Master supramolekular  Chimie  gewielt a meng Dokteraarbecht  an engem anere  Beräich, den Edelmetalkomplexer gemaach. Lo schaffen ech als Analytiker. Et ass ëmmer méiglech, en neit Feld ze léiere wann een eng zolidd Basis huet. Et muss ee just bereet sinn, al Dag eppes bäizeléieren. D‘Technik evoluéiert haut ëmmer mi séier, an et muss ee wësse wat de leschte Stand ass.  Speziell an den Naturwëssenschafte  chez nous en France léiert ee säi Fach ganz gutt. Aner Fäegkeete wéi  Projektmanagement, eng kléng  Basis an Ekonomie, Qualitéit oder Jura, sinn net um Stonneplang obwuel mer se all am Beruff brauchen. Dofir ass et wichteg, sech och fir esou manner flott Saachen ze interesséieren. Et freet mech op jidde  Fall, dass d‘Aneil dësen Interview mécht. Vill Sciencestudente wëssen net wat fir en Potential mer am Land hunn a wou se en Stage maache kennen. Bei äis am Service huele mer ëmmer gäre Stagiairen, sief et fir en Schnupperstage oder fir seng Bachelor oder Masteraarbecht bei  äis ze maachen. Fotoen: LNS

Auteur: LNS Wat mécht de Staatslabo eenzegaarteg?   De Staatslabo ass e Laboratoire de  grondverschidde Beräicher ofdeckt wat Gesondheet, Präventioun a Kontrollanalysen ugeet. Wou fënns de sos en Labo, wou gläichzäiteg  biomedical a pathologesch Analysen an Autopsië  gemaach  ginn, Liewensmëttel an Drogen analyséiert, Loft oder Gebrauchsgéigestänn getest gëtt? Di meescht Laboe sinn op eppes spezialiséiert.

42 l bulli Wanter 2017

   


VOYAGES

VANDIVINIT

Reesen mat Stil

12 - 14, Z.A. Triangle Vert L-5691 ELLANGE/MONDORF

Tél.: 23 66 83 41 - 1 www.vandivinit.lu


Masteraarbescht vum Daniel Collignon Thema: Phosphorréckgewannung aus Kläranlagen mat  Hëllef vun Polyelectrolytt baséierten Nanofiltratiounsmembranen Phosphor (P) ass  ee vun  deene  wichtegste Bestanddeeler vun  anorganeschem Dünger a spillt eng wichteg Roll am  landwirtschaftleche Secteur. Hei ginn iwwert 80% vun  deenen 22  Milliounen  Tonne Phosphor déi all Joer ofgebaut  gi fir d´Hierstellung  vun Düngemëttel verwennt. Zesumme mat den Elementer Kuelestoff (C), Kalium (K)  a Stéckstoff (N), billt  de Phosphor esou de Kär vun den Nährstoffer déi Planze brauche fir  hire Wuesstem.  Ausserdeem ass Phosphor och en  wichtege Bestanddeel vun der  mënschlecher DNA an hellt  ënnert  anerem eng elementar Roll  a  verschiddene  biologesche  Reaktiounen an, wéi z.b dem Energietransport an den  Zelle vun Organismen.  Dowéinst ass Phosphor esou wichteg fir d´Mënschheet an d´Liewen un sech an all  senge  Forme well seng Funktioun an deenen uewe genannte Beispiller net substituéierbar ass,  wat Phosphor zu sou enger wäertvoller Ressource fir d´Mënschheet mëscht. Am Géigendeel zu Stéckstoff, den 78% vun der Atmosphär ausmëscht an den technesch duerch Verfahre wéi den HaberBosch Prozess oder  duerch d´Strippung  vun Ammonium (NH4) hiergestallt  ka ginn, handelt et sech beim Phosphor em eng endlech, net erneierbar Ressource. Dëse kann och duerch keen technesche Prozess synthetesch hiergestallt ginn.  Phosphor  gëtt aus Phosphatgesténg gewonnen dem  seng natierlech Virkommen zäitlech begrenzt sinn.  Momentan stinn der  Mënschheet zwar nach  genuch Reserven zur Verfügung mä duerch de  stännege  Wuesstem vun der Weltbevëlkerung, den en  ëmmer méi groussen Konsum un  Liewensmëttel mat se bréngt, kennen  dëst an puer Joerzéngten  opgebraucht sinn. Obwuel sech d´Prognosen iwwert déi effektiv  verbleiwend Ressourcen staark  differenzéiere ass eppes kloer: Phosphor  steet der  Mënschheet net éiweg zur Verfügung an  seng  Reserve ginn  ëmmer méi kléng. Aus  dësem Grond ass et immens wichteg

44 l bulli Wanter 2017

Foto: Daniel Collignon

alternativ Techniken ze entwéckele fir déi Milliounen Tonnen un P déi  jäerlech an d´Ëmwelt  ageschleist ginn,  nees zréckgewannen ze kennen. En weidere Punkt den  d´Zréckgewanne vu Phosphor an  deene  leschte Joren an  de  Mëttelpunkt geréckt huet,  ass d´Ofhängegkeet vun Europa esou wei groussen Deeler vun der Welt  géigeniwwer vun nëmme e puer Länner (Bild 1), déi 86% Prozent vun  de  weltwäite P-Ressource regruppéieren. Dobäi  halen alléng de Marokko & d´Sahara bal 75%. Dem géigeniwwer huet Europa bal guer kéng Reserven an ass doduerch  staark ofhängeg vun Importer aus  dësen zum Deel politesch  onstabille Länner. Fir sech vun  dëser Ofhängegkeet ze léisen an och op  zukünfteg steigend  Maartpräisser fir  Phosphat reagéieren ze kennen, ginn et an Europa an duerch d´Welt ganz vill  Ustrengunge fir Phosphor zréckzegewannen. Déi Quell mat dem  meeschte Potential ass  hei  dat  kommunaalt Ofwaasser. Haaptresponsabel fir des  héich Phosphorkonzentratiounen am Ofwaasser sinn engersäits d´Iwwerdüngung vun de  landwirtschaftleche Felder an  anerersäits  de Mënsch, den am  Mëttel 1.8 g un P pro  Dag an d´Ofwaasser ausscheet.


73.53% 4.56% 3.21% 2.63% 2.2% 1.9% 1.61%

United States Russia South Africa Syria Algeria China Marocco & Western Sahara Remaining Countries in the World

10.35%

Bild 1: Verdeelung vun de weltwäite Phosphorreserven An deene leschte  Joerzéngten si dowéinst vill verschidde Verfahren entwéckelt ginn déi als Ziel hunn Phosphor als Düngemëttel  zréckzegewanne wat direkt am landwirtschaftleche Secteur  agesat ka ginn ouni grouss Opbereedung.  Dat mat deels  ënnerschiddlechem Erfolleg, soudass hautzedaags d´chemesch Fällung  vu P an de  Kläranlage  weiderhin de Stand vun der Technik ass. Mä  dëst ass  éischter eng Eliminatioun  vu P  ewéi eng Réckgewannung.   Am Bild 2 sinn déi eenzel Stréim vun enger  Kläranlag ze gesinn an  där ee Phosphor technesch  zréckgewanne kann.  Heibäi ass d´Phosphoréckgewannung  a Form vu Struvit (Stréim A & B am Bild 2) déi bis elo bewäertesten Technik.  Nieft  dëser Method  gëtt der Phosphorréckgewannung aus der verbrannter Primary Clarifier

Klärschlammäsch (Stroum C am Bild 2) en grousst Potential virausgesot. Leider sinn déi Prozesser zimlech energieintensiv a  belaaschte soumat d´Ëmwelt zousätzlech wann d´Energie net aus  erneierbaren Energien hiergestallt gëtt. Dem géigeniwwer wäert d´Opbrénge  vum Klärschlamm op  landwirtschaftlech genotzten Felder (Stroum D am Bild 2)  zukünfteg kéng grouss Roll méi  spille wéinst  de gesondheetleche Bedenken (Konzentratioun un Schwéiermetaller  a Krankheetserreeger). Eng bis haut zimlech onerfuerschte Méiglechkeet géigeniwwer deenen uewe genannte Réckgewannungsstréim wéien awer en grousst Potential huet ass d´Réckgewannung aus dem Kläranlagoflaaf (Stroum E am Bild 2) mëttels Membranen. Secondary Clarifier

Biological Treatment Al2(SO4)3 FeCl3

E

Influent 1-20 mg P/l

DN Primary Sludge

Secondary Effluent 0.1-2 mg P/l

N

Return Sludge

Secondary Sludge

Source: Konrad Neumann 09.11.2008 Biogas (CH4)

D

B D

Direct Sludge Application in Agriculture

A

C

Dewatering Digester Sewage Sludge Mono-incineration Plant

Bild 2: Verschidden Méiglechkeeten fir Phosphor aus enger Kläranlag zeréckzegewanne1 1

http://www.fahrzeugbilder.de/bild/Landmaschinen~Ackertechnik~Sonstige/11908/fendt-927-mit-miststreuer-unterwegs-auf.html

bulli Wanter 2017 l 45


zeréckgehalen, an aner Ione wéi Chlorid (Cl) vun der Membran  duerchgelooss ginn (Bild 3).  Dëst ass  äusserst wichteg fir d´Wirtschaftlechkeet vun dem am Bild 4  gewisene Prozess. En  héije Réckhalt  vu Chlorid an déi doduerch bedéngten Opkonzentréierung reduzéiert nämlech net  nëmme d´Qualitéit vum Kalziumphosphat  dat zeréckgewonne soll  gi mä erhéicht och déi transmembran osmotesch Drockdifferenz zwëschen der Feed- a Permeatsäit wat en  méi  héijen Energieverbrauch mat sech bréngt an esou méi héich Betribskäschte verursaacht.

Eng villverspriechend Alternativ zou den  uewe  genannte  Verfahre sinn déi an  dëser  Masteraarbecht  verwennten Nanofiltratiounsmembranen déi mat  Hëllef vun engem  spezielle „Layer-by-layer“ Verfahren hiergestallt goufen. Duerch déi Technik, bei der ofwiesselnd en polyanioneschen (PSS)  a polykationeschen (PDADMAC) Polyelektrolyt op eng Membran (an  dësem Fall eng  Ultrafiltratiounmembran)  opgedroe ginn ass, konnten d´Eegenschafte wéi d´ Uerwenflächenluedung, d´Porengréisst souwéi d´ Permeabilitéit vun der  Membran gezielt verännert ginn. Sou  kenne Phosphor  a Kalzium

Feed HPO4

Permeate -

-

-

-

Cl--

-

-

-

Ca2+

-

+

+

+

- -charged NF membrane

+ +

+

+ - +

-

HPO42-

=

Cl-,

n x bilayer

-

+ +

+ -

-

+

+

-

Permeate

Feed

2-

Ca2+

+ + +

-

-

+

-

+

+ + + + +

-

+ - +-

+ -

+

+ -

+-

-charged LBL modified NF membrane +

Bild 3: Verännerung vun Membraneegenschaften duerch „layer-by-layer“ Verfahren

Bild 4: Envisagéierte Prozess fir Phosphor zeréckzegewanne D´Ziel vun  dëser  Masteraarbecht engem  éischten Schrëtt duerch verschiddene Labostester déi ze  bestëmme wéi eng am 

46 l bulli Wanter 2017

war et an eng Réi  vu Membranen beschte fir

d´Phosphorréckgewannung aus dem kommunalem Ofwaasser gëeegent sinn. D´Resultater vun dësen Tester gesäit een am Bild 5. Uschléissend sinn du déi  Membrane mat  de  performantsten


Eegenschafte a verschiddenen Laangzäittester mat  ënnerschiddleche synthetesch  hiergestallte Léisungen aus Phosphor, Kalzium an NaCl getest ginn an  dëst bei  ënnerschiddlechem pH-Wäerter  a Konzentratiounen. An engem  leschte Versuch

sinn dunn déi zwou Membrane mat dem  beschte Réckhalt un P mat richtegem  Ofwaasser aus enger Kläranlag getest ginn.

100

Rejection [%]

80

60

40

20

0

A1 A2 B1 B2 C1 C2 D1 D2 E1 E2 F1 F2 G1 G2 H1 H2 pH 7

Bild 5: Resultater vun dem Réckhalt un P (Wäiss Sail) an NaCl (Blo Sail) fir déi getesten Membranen (A1-H2) Wéi een aus dem Bild 6 schléisse kann, hellt  de Réckhalt vu Phosphor mat steigendem pH zou. Dëst ass bedéngt duerch déi ënnerschiddlech Forme vu P-Ione déi sech bei verschiddene pH-Wäerter bilden (Bild 7). Wéi een hei gesäit  variéiert d´Fraktioun vun  de P-Ione  jee no pH-Wäert considerabel.  Wat de pH méi  héich  gëtt  waart P-Ionen an  hirer Grondform méi staark negativ geluede sinn a waart se besser vun der Membran  zeréckgehale  kenne ginn.  Dëse Réckhalt léist sech zum groussen Deel aus der negativer Luedung vun der Membran erklären. Weider Effekter déi hei eng Roll spille sinn elektrostatesch Interaktiounen  zwëschen der Membran an den Ionen (Donnan Effekt genannt), sou wéi déi  ënnerschiddlech Diffusiounskoeffiziente vun  de  verschiddene P-Ionen an der Léisung.  Weiderhin huet sech während den Tester erausgestallt dass en pH-Wäert tëschend 7 a 7.5 am beschte fir d´Verfahre vun der Phosphorréckgewannung aus dem kommunalem Ofwaasser  gëeegent ass. Duerch ze héich pHWäerter (>8)  gëtt nämlech d´Effizienz vum Prozess verréngert. Déi  reduzéiert Effektivitéit vum Prozess bei ze héijem pH-Wäert hänkt engersäits domadder

zesummen dass Sulfat (SO4) a Carbonat (CO3) mat de Phosphor-Ione am Ofwaasser em déi fräi KalziumIone konkurréieren an  soumat manner KalziumIone zur Verfügung sti fir Kalziumphosphat kennen ze bilden,  wéi en an der Landwirtschaft als Dünger  agesat  ka ginn.  Ausserdeem reduzéieren déi bei  dëse pH-Wäerter forméiert  anorganesch Nieweprodukter wéi CaCO3 oder CaSO4  de Flux an d´Perméabilitéit vun der Membran  duerch hier Prezipitatioun op der  Uewerfläch vun der  Membran wat Leeschtungsfäegkeet esou wéi d´Liewenserwaardung vun der Membran staark reduzéiert. Dofir ass et och extrem wichteg dass déi „layer-by-layer“  hiergestallte Membrane saierresistent  si fir des  Oflagerunge kennen  opzeléise bei engem Réngegunsschrett, an der Fachsproch „clean in place“ genannt.  Ass de pH dem géigeniwwer awer ze déif ass  de Phosphorréckhalt vun  dëse Membranen zimlech geréng wouduerch d´Wirtschaftlechkeet vun enger Phosphoréckgewannung  reduzéiert gëtt. Wéi  een also gesäit spillt de pH-Wäert eng  decisiv Roll bei dësem Verfahren.

bulli Wanter 2017 l 47


YOUR TRUSTED PARTNER FOR BUSINESS We bring people and companies together in an environment where innovation flourishes. We act as facilitator for those who plan to start a business. We fuel the innovative spark that helps companies improve their performance. We stimulate the international expansion of players in a variety of key sectors. What’s more, we guide foreign investors to the best opportunities Luxembourg has to offer. Together, we can accomplish great things.

www.luxinnovation.lu


100

P Rejection [%]

90

80

70

A1/A2 C1/C2 B1/B2

60

D1/D2

50

pH 5

pH 6

pH 7

pH 8

Bild 6: Entwécklung vum P-Réckhalt bei steigendem pH-Wäert fir d´Membrane A1 bis D2

100

H2PO4-

HPO42-

Speciation [%]

80

60

40

PO4320

H3PO4 0

3

4

5

6

7

pH

8

9

10

11

12

Bild 7: Verännerung vun den ënnerschiddleche P-Ione an enger Léisung bei variéierendem pH-Wäert

bulli Wanter 2017 l 49


D´Resultater déi während dëser  Masteraarbecht  ermëttelt goufen, weisen dass déi  hei agesaaten Nanofiltratiounsmembranen en grousst Potential  besetze fir  Phosphor aus  Ofwaasser vu Kläranlagen zeréckzegewannen.  Dës Membrane kennen zukünfteg eng villverspriechend Alternativ zu den anere Phosphorréckgewannungstechniken duerstellen.  Bild 8 wéist eng Méiglechkeet wéi déi an deser  Aarbecht getesten Membran zukünfteg  op Kläranlage agesat kenne ginn. Trotzdeem ass nach vill Fuerschung an dësem Gebitt néideg bis en kommerziellt  a wirtschaftlecht Verfahren entwéckelt  ka  gi, wat  konkurrenzfäeg ass.  D´Haaptschwéierpunkte léien  hei virun allem op der Liewenserwaardung vun de geteste Membranen sou wéi op der Réckgewannung vu qualitativ méi  héich wäertegem Kalziumphosphat daat een

Option B MBR

to Pretreatment Unit

to NF process

LBL modified PE NF membrane

pretreated wastewater

Phosphorus concentration ≈ 0.1-1 mg P/l

Additional Treatment

Concentrate

Acid resistant NF membrane

Pure Water Backwash

Permeate

Permeate

Compressed Air

Option D Sand Filtration

Option C Activated Carbon

pretreated secondary Effluent

pretreated wastewater

Phosphorus concentration ≈ 5-20 mg P/l pH ≈ 6.5-8.0

Auteur: Daniel Collignon

biological secondary Effluent

to Pretreatment Unit

Option A Ultrafiltration

ouni grouss Opbereedung direkt am landwirtschaftlechem Secteur  asetze kann. Ausserdeem muss och nach ee  legislative Kader  geschaaft ginn den d´Konkurrenzfäegkeet vun den  zréckgewonnene Phosphorprodukter géigeniwwer den normalen anorganeschen Düngemëttel erméiglecht well momentan d´  Präisënnerscheeder teschend  béide bei wäitem ze grouss sinn sou dass weiderhin op déi traditionell Düngemëttel zréckgegraff gëtt.

AOP UV O3

Effluent

River

P≈ 0.1-1 mg P/l

Compressed Air

Acid solution 2nd stage Concentrate Recirculation

Recycling Solution

Water cleaning Acid cleaning

Compressed Air Tank

optional CaCl2 dosing

Crystallizer

pH adjustments

Agriculture

Phosphate Rock Mining

Ca-P Crystals

A

Fertiliser Industry

Phosphate Beneficiation Industry

Bild 8: Prozesschema vun enger Méiglechkeet wéi esou een Verfahren kéint ausgesinn2 http://www.china-hxchemical.com/product_detail_en/id/28.html; http://www.filtsep.com/water-and-wastewater/news/hydrointernational-signs-scottish-sand/; http://phosphaterockfertilizeregypt.blogspot.lu/; http://www.at-minerals.com/de/artikel/at_ phosphatabbau_mit_rammer-hammer_2433711.html; http://www.rwz.de/unsere-bereiche/pflanzen/duengemittel/; http://xflow.pentair. com/en/about-us; http://go.feeco.com/acton/attachment/12345/f-0007/1/-/-/-/-/bio-fertilizer-processing.pdf; https://dir.indiamart.com/ chennai/carbon-filters.html; Picture digger: Marlyne Stark [05.04.2017] 2

50 l bulli Wanter 2017


Construisons votre avenir !

Avec plus de 4300 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 1er employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 40 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !

www.postgroup.lu


Bulli wanter 2017 online  
Bulli wanter 2017 online  
Advertisement