Page 22

Visite CERATIZIT 06.04.2018 | Mamer

De 6. Abrëll 2018 hunn 8 Membere vun der ANEIL un der Visitte vum Haaptsite vu CERATIZIT zu Mamer Deel geholl. No der Introduktioun duerch den Här Cisowski, deen d’Geschicht vun der Familljenentreprise erklärt huet vun der Grënnung vum Produzente vu Filamente vir Luuchte CERAMETA zu Bäreldeng, iwwer d‘Fusioun mam éisträichesche Metalwierk Plansee vu Reutte bis zur weltwäit representéierten Entreprisegrupp CERATIZIT, ass allen Participanten d’Gréisst vun der Produktpalette kloer ginn. Esou ginn d’Buerinstrumenter vir d’Hierstelle vu Smartphonegeheisen, d’Ventiller bei der Uelegfuerderung, d’Wendeschneidplatten zum Dréine vu Bremsscheiwen oder Kugelen an engem Bic, hei zu Mamer aus Hartmetall hiergestallt. Dëse Wierkstoff ass eng aus Polvermetall hiergestallt Legéierung aus Wolframkarbid a Kobalt, déi ënner héijem Drock a grousser Hëtzt gesintert gëtt an dem seng Haapteegenschaften déi héich Häert a Verschléissfestegkeet sinn. Esou kann eng uschléissend Veraarbeschtung nëmmen nach duerch d’Schléife mat Diamant oder fonkenerosivd Ofdroe geschéien.

22 l bulli Summer 2018

Uschléissend goufen d’Participante vum Här André duerch d’Produktionsstätt gefouert, wou all Schratt bei der Hierstellung gesi konnt ginn: vun der Entrée vum Wolframpolver, iwwer d‘Mëschen vun der Legéierung an d’Presse vum Produit, esou wéi dem seng spannend Veraarbeschtung bis zum sintern vun Endproduit. Just d’Schléifen an d’Beschichtung konnte wéinst Ausbauaarbechten net visitéiert ginn. Zum Schluss vun der 2-stënnegen Excursioun stoung nach de Fuerschungs- an Entwécklungslaboratoire um Programm. An engem modernem a komplett ageriichtem Laboratoire, schaffen an entwéckelen Ingenieuren nei leeschtungsstaark Hartmetallnuance vir all zukünfteg Ufuerderunge Stand ze halen.

Auteur: Paul Bazzi

Visite CERATIZIT

bulli Summer 2018  

bulli Summer 2018  

Advertisement