Page 10

Ee vun den Haaptprodukter déi zu Rodange hiergestallt ginn, sinn Schinnen fir Zich, Tramen an Kranen. Dës Schinnen ginn an d’ganz Welt geliwwert. Sou fiert beispillsweis souguer den Tram an Australien op Schinne vu Rodange. De lëtzebuerger Tram fiert zum Deel an Zukunft och op lëtzebuerger Schinnen. Um Site zu Rodange ginn dann och nach Profiller gewalzt déi un e Client verkaaft ginn, deen dann doraus  d’Ketten vun Baggeren oder Bulldozeren hierstellt.  No dëser interessanter Presentatioun kruten  mir dunn eis Secherheetsausstattung an hunn eis op de Wee an d’Stolwierk gemaach.

Fir an d’Stolwierk eran sinn mir laanscht d’Lager vun den Stolbrammen gangen. Déi sinn alleguer nummeréiert fir dass ëmmer kann noverfollegt ginn vu wou se kommen an wéi déi genee chemesch Zesummesetzung  dervun ass. Dunn ass et weider bei den Uewen gaangen  an deen d’Brammen mat engem Kran eragesat  ginn. Den Uewen gëtt mat Äerdgas  gehëtzt an ass Dag  an Nuecht un, siwen Deeg an der Woch. De Weekend steet d’Produktioun am Wierk zu Rodange zwar mee et wier vill ze opwenneg fir den Uewen iwwert den Weekend aus ze maachen an Méindes erëm un.

Et kann ee sech gutt virstellen, dass dat eng Zäitchen dauert bis esou en riesen Uewen op der richteger Temperatur ass. Et war en impressionant Gefill direkt beim Uewen ze stoen an eran kennen ze kucken wann déi rout gléihend Brammen fir d’Weiderveraarbechten eraus geholl gi sinn. Lo ass et weider op d’Walzstrooss gaangen. Hei lafen  déi erhëtzten Brammen  soulaang duerch  verschidden Walzen bis se dat gewënschten  Profil hunn. Wann d’Profiller bis fäerdeg sinn, ginn se mat enger Kreessee op déi Längt geseet déi den Client bestallt huet. Als lescht ginn d’Profiller op enger Maschinn geriicht an dann kommen se eraus an d’Lager an waarden op hiren  Transport an d’ganz Welt. Verschidden Tramsschinnen gi mam Schëff bis an Australien geliwwert, anerer hunn méi e kuerzen Wee viru sech. D’Firma Kihn vu Rëmeleng  beispillsweis keeft  Schinnen vu Rodange fir Weichen draus ze bauen. Virundeems d’Profiller d’Wierk zu Rodange verloossen, ginn se mat Ultraschall op ënnerschiddlech Feeler gepréift. Jee no Besoin vum Client ginn zum Deel och schonn Lächer an d’Profiller gebuert. Nom Schlusswuert vun den Vertrieder vum Site vu Rodange ass eis Visitt dann esou lues mat enger Diskussiounsronn op en Enn gaangen. Hei ass et dunn virun allem iwwert dem Trump seng Strofzöller  op Stolproduiten an déi méiglech Konsequenzen fir d’ArcelorMittal gaangen. Op dëser Platz  wëllen mir der ArcelorMittal villmools Merci soen fir dës flott an interessant Visitt.

Auteuren: Carine Fay an Michel Reisch  

Fotoen: Benny Huberty

10 l bulli Summer 2018

Visite Arcelor Mittal

bulli Summer 2018  

bulli Summer 2018  

Advertisement