Page 1

bulli

Summer 2015

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Virwuert

Foto: Eric Gonderinger

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, et freet mech iech déi zweet Editioun vum Bulli am Joer 2015 kënnen ze presentéieren. Wéi ëmmer huet de Comité zënter Abrëll rëm eng ganz Rei interessant Aktivitéiten a Visiten organiséiert, iwwer déi dir op den nächste Säizten e bësse méi gewuer wäert ginn.

héich Zuel vun Interesséierten ass fir äis ee wichtegt Zeechen, datt eis Table Ronde och no sou vill Joer awer nach ëmmer en héije Stellewäert souwuel bei den Entreprisë wéi och bei de Studenten huet. Ofgeronnt hu mir deen Dag schliisslech mat eisem traditionelle Fräibéier, fir dee mir och dëst Joer rëm an de Liquid am Gronn gaange waren, wou mir eis Membere mat räichlech Béier versuergt hunn.

Ugefangen hu mir op Karfreideg mat enger flotter Visite vun der neier Eisebunnsbréck um Verluerekascht, wou de Bureau TR Engineering eis niewent de wichtegsten Etappen a Schwieregkeete bei der Ëmsetzung vum Projet, virun allem en Abléck vun den eenzelne Chantiere ginn huet an heibäi de Péitrus-Dall aus enger aner Perspektiv konnte kenneléieren. Zum Schluss hu mir dann nach e sympatheschen Apero mat Gegrills direkt ënnert der Bréck servéiert kritt. No dëser Visite stoung am Forum daVinci eis traditionell Table Ronde um Programm, déi mir jo all Joer organiséieren, an déi och dëst Joer rëm en Erfolleg op der ganzer Linn war. De Comité huet sech ganz staark driwwer gefreet, datt nieft enger ganzer Rei vun treie Partnerentreprisen, déi vun der Geleeënheet profitéiert hu fir sech bei de Studente virzestellen, och rëm souvill aner Leit de Wee an de Forum daVinci fonnt haten a mir soumat déi héchsten Teilnahmequote säit Joere konnten opweisen. Déi

E weidere Summer-Highlight war eis alljährlech international Rees, wou et äis dëst Joer an déi wonnerschéin Haafestaat Hamburg verschloen hat. Do hu mir véier flott Deeg verbruecht a konnten eise Memberen en interessanten an ofwiesslungsräiche Programm ubidden. Ugefangen hu mir mat enger Visite vun der gréisster Kläranlag aus Europa, fir duerno de Betrib vun der traditioneller däitscher Scheffswerft Blohm+Voss gewisen ze kréien, zwou Besichtegungen déi aus Ingénieurssicht natierlech besonnesch interessant woren. Wat zu Hamburg awer onbedéngt muss dozou gehéieren, wor e klengen Tour duerch déi wonnerschéin Hafencity an d'Speicherstadt, dëst gekoppelt mat engem vun de bekanntste Chantieren aus ganz Däitschland, der Elbphilharmonie direkt um Fouss vun der Elbe. Eise gutt gefëllte Programm hu mir och den nächsten Daach fortgesat, andeems mir no enger Visite vum Kuelekraaftwierk, en Tour mam Bus duerch den Hafen mat senge ville Containerterminals bis

Virwuert

bulli Fréijoer 2015 l 3


hin zum Elbtunnell, gemaach hunn. Weider am Programm hate mir nach eng Besichtegung vun de Wierker vun Airbus an dem Hamburger Fluchhafen, éier mir um Wee fir Heem an der Géigend vu Köln och nach d'Rheinlandraffinerie vu Shell kucke waren. Nieft dëser ganzer Rei un interessante Visite, hu mir eis et awer natierlech och net huele geloos, fir Owes dat berühmten Nuetsliewe vun der Hansestadt an der Reeperbahn zu St. Pauli ze erkunden an eis den een oder anere Béier ze gönnen, dëst gekréint vun enger bal obligatorescher Visite vum Fëschmaart um fréie Sonndenmoien. Op dëser Plaz well ech da schonn alle Memberen e grousse Merci ausschwätzen, déi un eiser Rees deelgeholl hunn a sech bereet erklärt hunn e klenge Rapport iwwert déi eenzel Etappe vun der Rees ze schreiwen. Nieft e puer memorablen Deeg an enger vun de schéinste Stied aus Däitschland, kann de Comité virun allem op eng Rekordparticipatioun zeréck kucken, e Fakt de mir net héich genuch kenne bewäerten a fir de gudde Fonctionnement vun eiser Associatioun schwätzt. Och wann d'Semesterferien elo ugefaangen hunn, heescht dat awer net, datt de Comité sech elo géif zur Rou setzen. Mir si grad amgaang un der Organisatioun vun eisem Summerevent

ze schaffen, dat fir Enn August oder Ufank September op iech waart. Doniewent wäerte mir Iech weiderhin op e gemittleche Grillowend souwéi eng gemeinsam Sortie op d'Schueberfouer invitéieren. Schlussendlech si mir amgaang mat de Virbereedunge fir d'Foire de l'étudiant. Ech hoffen och, datt déi betraffe Leit vun iech dru geduecht hunn, hire Memoire fir de Prix d'Excellence vun der Fondatioun ENOVOS eranzeschécken, a sech esou eng Chance op 2.500 € Präisgeld opgehalen hunn. Alle Participante wënschen ech heifir vun dëser Plaz aus "bonne chance". Ofschléissend well ech nach eng Kéier all eise Membere Merci soen, déi un eisen Aktivitéiten deelgeholl hunn, an ech hoffen, datt och eis nächst Eventer weiderhin sou gutt besicht wäerte sinn. Am Numm vum ganze Comité wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum Bulli, vill Gléck an den Examen, déi nach virun iech leien, a selbstverständlech e schéinen an erhuelsame Summer. äre Prési Phons

Foto: Anouk Godelet

4 l bulli Summer 2015

Virwuert


Iwwersiicht Virwuert3 Invitatioun op EYE Konferenz Comité 2015 Visite vum Viaduc Pulvermühle Table Ronde 2015 Rees 2015: Hamburg Witzer Grouss ANEIL Ëmfro Invitatioun op d‘Journée Saar-Lor-Lux

7 8 10 14 16 48 49 50

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Anouk Godelet Redakteren: Michel Bichler Charel Birchen Daniel Collignon Michel Faltz Eric Gonderinger Dennis Hövelmann Chrsitian Kremer

Michel Reisch Vicky Reding Charel Roemen Chris Schaul Sebastian Schumacher Pascal Thinnes Johann Winkel

Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover Dupont © Bohumil KOSTHORYT www.boshua.lu Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 430 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

6 l bulli Summer 2015


EYE@Lisboa 2015 Wat

European Young Engineers (EYE) Konferenz

Wou

Lissabon, Portugal

Wéini

09 - 11.10.2015

Dëst Joer gëtt d’EYE Konferenz zesumme mat der FEANI Konferenz organiséiert. D’FEANI ass den europäesche Verband vun allen Ingenieursveräiner, also z.B. ALI, VDI, etc... Weider Infos iwwert de Programm an d’RegistrÈierung fannt der op www.feanilisbon2015.eu/en/european-young-engineers-forum Bei weidere Froen oder wanns du interessÈiert bass matzegoen schreif dem Venant (venant.pirrotte@aneil.lu)


Comité 2015 Eric Gonderinger

Tom Steichen

Oochen Maschinnebau & Wirtschaftswissenschaften

Oochen Bauingenieur

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

+352 621 78 62 65 +49 151 28 30 02 65

Eric.Gonderinger@aneil.lu

Tom.Steichen@aneil.lu

Michel Faltz

Luc Theisen

Oochen Bauingenieur

München Bauingenieur

+352 621 28 66 62 +49 241 46 37 17 754

+352 691 69 47 31 +49 151 64 50 49 78

Michel.Faltz@aneil.lu

Luc.Theisen@aneil.lu

Venant Pirrotte

Dennis Hövelmann

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik

+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76

+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel Sun

Sebastian Schumacher

Kaiserslautern Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 691 79 54 75 +49 179 85 91 03 53

+352 661 23 12 14 +49 157 51 57 13 99

Michel.Sun@aneil.lu

Sebastian.Schumacher@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Visites & Relations Publiques

Responsable Information

8 l bulli Summer 2015

Vice-Président & Information

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

Comité 2015


Anouk Godelet

Valérie Cornu

Frankfurt Architektur

Lëtzebuerg Bauingenieur

+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39

+352 691 74 41 39

Anouk.Godelet@aneil.lu

Valerie.Cornu@aneil.lu

Michel Bichler

Michel Reisch

Responsable Partenaires & Publications

Responsbale Table Ronde

Responsable Publications

Responsable Foire

München Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 691 61 78 61 +49 152 582 152 84

+352 691 69 08 67 +49 174 437 030 4

Michel.Bichler@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Luc Lanners

Max Schmitz

Freiburg Embedded Systems Engineering

Zürich Maschinnebau

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

Luc.Lanners@aneil.lu

Max.Schmitz@aneil.lu

Site Internet

Coopté Publications

Charly Huberty

Coopté Photographie

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik +352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82 Charly.Huberty@aneil.lu

Comité 2015

bulli Fréijoer 2015 l 9


Visite vum Chantier Viaduc Pulvermühle 03.04.2015 | Boulevard d’avranches

Fotoen: Ouschi Zhan, Charly Huberty

Och dëst Joer op Karfreideg huet d‘ANEIL hier traditionell „Table Ronde“ organiséiert. Fir de Programm vum Dag ganz ze fëlle, gouf moies eng Visite vum Chantier „Viaduc Pulvermühle“ mat eisem Partner TR-Engineering gebueden. Dës Visite hat richteg grousse Succès an d‘Plazen (30 Stéck) wore séier fort! Pünktlech um 9:45 hu mer eis alleguer virum Sofitel getraff. Souguer ech wor pünktlech, mee awer de leschten an domatte krut ech d’Éier dësen Artikel ze redigéieren. Anscheinend wor jiddereen sou gespaant op des Visite soudass keen ze spéit komm ass, wéi dat soss normalerweis üblech ass. Um Treffpunkt hu mir eis da mam Guy Cloos vun TREngineering getraff, deen eis häerzlech empfaangen huet. Hien huet eis dunn den Herr Mertes virgestallt deen d‘Visite guidéiert huet. Fir d‘éischt krute mir alleguer Sécherheetswesten an Helmer ausgedeelt, fir dass mir och sécherheetsconform d‘Baustell betrieden duerften. D‘Léit hu souguer extra Sécherheetsschong misse matbréngen.

10 l bulli Summer 2015

Zum Chantier De bestehende Viaduc Pulvermühle ass eng Eisebunnsbréck matzen an der Staat a fänkt nördlech vum Tunnell dee vun der Gare kennt (ënnert dem Sofitel) un. Si iwwerbréckt d‘UelzechtDall an dréit d‘Schinne vun der Verbindung Lëtzebuerg-Troisvierges (Norden) a LëtzebuergWaasserbëlleg (Osten). Direkt hannert dem Viaduc trenne sech déi zwou Strecke well op der Bréck befanne sech d‘Weichen. Dëse Viaduc vun 2 Gleiser gëtt dann elo op 4 Gleiser ausgebaut fir dem staarke Verkéier op dësem Axe entgéint ze kommen. Dofir gëtt een zweet Bauwierk östlech parallel nieft dem ale Viaduc gebaut. Dëse Bau zielt 3 getrennte Bauwierker: 1. de Viaduc 2. den Ouvrage sur perré an 3. den Tunnell ënnert dem Boulevard d’Avranches (ënnert dem Sofitel). D‘Bréck streckt sech mat enger Längt vun 242 m an +/- 30 m Héicht iwwert d‘Uelzecht-Dall. Dëst neit Bauwierk verleeft parallel zur aler bestoender Eisebunns-Bréck. E besteet aus enger spezieller dräidimensionaler wäisser Rouerkonstruktioun mat enger Stolbetonsplaque. Dës Rouerkonstruktioun gouf aus eenzelnen Deeler op der Plaz mat groussem Opwand a säin noutwendege Wénkel zesummegeschweesst. D‘Konstruktioun leit op

Visite vum Chantier Viaduc Pulvermühle


4 Stolbeton-Pfeileren an hiren 2 Endpfeileren. Déi si bannendran huel fir en Zougang zu de Widderlageren an Oplageren ze erméiglechen a stinn op Stolbetons-Pieux‘en. D‘Visite Ugefaang hu mir d‘Visite uewen vis-à-vis vum Sofitel wou d‘Schinnen aus dem Tunnell vun der Gare erauskommen. Do huet den Här Mertes eis fir d‘éischt mol erzielt wat fir een Opwand si hu misse bedreiwe fir den Tunnell kënnen auszebauen, ouni

Foto: http://www.rail.lu/events/2012Chantier_Bisserbreck.html

de klenge „spueneschen Tiermchen“ (Monument deen zur Staat-Festung gehéiert) dierfen ze endommagéiren, deen do direkt um Boulevard d’Avranches virum Sofitel steet. Weider ass et dann erof op de Chantier gaang, wou mir d’Bréckekonstruktioun konnte bestaunen. Et gouf extra eng Art „Hal“ gebaut fir kenne bei all Wieder, geschützt um Bauwierk ze schaffen. De Bréckebau ass nom Taktschiebverfahren verlaf a war zu deem Zäitpunkt nach net fäerdeg gestallt. Dëst funktionéiert sou, dass d’Bréckendeeler Stéck fir Stéck op dëser Säit sur place ugefaertegt ginn an da mat Hëllef vu Pressen no vir gedréckt ginn. Sou „wandert“ d’Bréck lues a lues no vir bis si zum Schluss um aneren Endpfeiler op der anerer Säit ukomm ass an hiren definitiven, richtege Standpunkt erreecht huet. D’Konstruktioun fir dat schwéiert Bauwierk ze drécken huet sou kleng ausgesinn, soudass mir net gleewe wollten, dass dat wierklech „Alles“ (et wor ee klengt Widerlager, op der Foto ze gesinn) war an hunn wei oft beim Här nogefrot bis mir him endlech geschloe gleewe missten. Duerno si mir weider rof un de Fouss vun der Bréck gaang, wou ënne bei der Uelzecht a Containeren eng kleng Expo zum Chantier ass. Do krute mir

12 l bulli Summer 2015

dann all Detailer zum Projet un Hand vu Pläng a Maquetten erklärt. Weider ass et ënne laanscht d‘Pilier‘en op déi aner Säit vum Chantier gaang. Do ass den 3. Deel vum Chantier, den „Ouvrage sur perré“. Dëst ass e „Stützmauerwerk“ vun 275 m Längt an erméiglecht d‘Verlängerung vun den 2 neie Gleiser (vum Viaduc kommend) an hiren Uschloss un d‘bestehend Gleiser vun der Stréck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg. Den Ofstand tëscht den 2 Gleisen ass 4,60 m an

Schema: https://de.wikipedia.org/wiki/Datei:Taktschieben.png

d‘Stützmauer muss dowéinst verbreed ginn. Eng normal Böschung war net méiglech, well de Bueden do ze onstabil ass. Dowéinst gëtt ee Bauwierk aus engem trapezförmegen, geschlossenem Senkkasten aus Stolbeton gebaut. Fir d‘Tragfestigkeit ze garantéieren, gëtt dat ganzt Bauwierk op 2 Reie vu Pieux‘en (Bohrpfähle) befestegt. Mat bis zu enger Längt vu 35 m ass dësen Abau vun de Pieux‘en keen einfache Spektakel. Eng vun deene gréisste Maschinnen aus Europa fir Pieux‘en anzebauen ass dowéinst hei am Asaz. Um Schluss vun der Visite huet TR eis dann zum Grillen invitéiert. Ënnert der Bréck hate si extra ee klengt Zelt opgeriicht an ee ganz leckere Barbecue offréiert! Et gouf souguer extra zum Karfreiden och Fësch vum Grill. Hei ee grousse Merci un den Här Cloos fir dëse bemierkenswäerten Ofschloss! Nodeems d‘Léit sech da gestäerkt hunn ass et riwwer an de Forum DaVinci gaang, wou nomëttes eis Table Ronde mat eise Partneren stattfonnt huet. D‘Visite wor ee vollen Erfolleg a mir bedanken eis domatten häerzlech bei TR Engineering! Auteur: Sebastian Schumacher

Visite vum Chantier Viaduc Pulvermühle


Fotoen: Charly Huberty, Ouschi Zhan

Visite vum Chantier Viaduc Pulvermühle

bulli Fréijoer 2015 l 13


Table Ronde 2015 03.04.2015 | Forum da Vinci

Fotoen: Charly Huberty

Op Karfreideg, den 3. Abrëll 2015, stoung nees eis traditionell Table Ronde am Forum da Vinci um Programm. Och dëst Joer hunn nees eng Rei Entreprisen aus dem Grand-Duché deelgeholl. Si hu sech des wäertvoll Geleeënheet net entgoe gelooss, virun engem voll besaten Raum hir Entreprise den zukünftegen Ingenieuren aus dem Land ze presentéieren an doduerch bei de Studenten op sech opmierksam ze maachen. Insgesamt hu méi wéi 100 Leit bei dëser Geleeënheet zesumme fonnt an de Forum war bis an déi läscht Rei gefëllt. Dobäi kann d‘ANEIL vun engem regelrechten Erfolleg schwätzen, bei deem si hire Memberen eng Hëllef wëll sinn, wann et dorëms geet, sech op de spéideren Aarbechtsmarché virzebereeden. De Student, dee schonn eng ganz Rei Joere studéiert huet, a sou lues un d‘Enn vum laangen Léier-Tunnel gesäit, fänkt un, sech mam Aarbechtsmarché a mat senge Jobchancen auserneen ze setzen. Dobäi stellt d‘Table Ronde eng optimal Plattform duer, woubäi Studenten a Firmen aus alle méiglechen Ingenieursberäicher zesummefannen a sech an engem ganz lockere Kader géigesäiteg austausche kennen. Déi eenzel Entreprise stellen hiren Beräicher

14 l bulli Summer 2015

iwwert eng kuerz Presentatioun fir. Dobäi huet de Student d‘Méiglechkeet, sech ee Bild iwwer déi lëtzebuerger Beruffswelt ze maachen a ka gezielt op déi Entreprisen duergoen, déi bei him Interessi geweckt hunn. Duerch dat géigesäitegt Kenneléieren huet de Student dann d‘Méiglechkeet sech iwwer Stagen, Ofschlossaarbechten oder souguer Jobofferen z‘ëmfroen. Lass gaang ass dat ganzt dëst Joer um 14:00 Auer. Nom Antreffe vun den eenzelnen Entreprisë mat hire Mappe mat Presentatiounsmaterial a Gadgeten, hunn dunn och déi éischt Studenten de Wee fonnt. Immens houfreg an awer bëssen iwwerrascht hu mir vill nei Gesiichter am Forum da Vinci kenne begréissen. Sou si bei der Entréesdier nach ganz fläisseg nei Memberskaarte verkaf ginn an den Zäitplang ass e bëssen a Verzuch komm. Ugefaang huet et mat engem Mot de Bienvenue vun eisem President, éier et da weidergaang ass mat den éischte Presentatioune vu CDCL, Paul Wurth S.A., BEST, POST, Schroeder & Associés an Arcelor Mittal. No deenen éischte 6 Presentatiounen ass et dann an d‘Paus gaang, wou sech d‘Leit eng Kéier kuerz erblosen a mat engem Gedrénks erfrësche konnten. Duerno hunn sech da mat TR Engineering,

Table Ronde 2015


Fotoen: Charly Huberty

Ceratizit, Luxplan, Creos Luxembourg S.A., Drees & Sommer a Goodyear S.A. 6 weider Entreprisë virun de Studente presentéiert.

dozou bäigedroen huet, dass déi desjäreg Table Ronde vun der ANEIL nees zu engem groussen Erfolleg ginn ass.

Nodeems de Sall fir d‘Receptioun ëmgebaut war, an d‘Entreprisen hir Stänn mat Presentatiounsmaterial a Gadgeten opgebaut haten, hunn dunn och lues a lues déi éischt Studenten de Wee vum Comptoir nees zeréck an de Sall fonnt an den Austausch tëscht Studenten an Entreprisë konnt lancéiert ginn. Donieft goufen d‘Leit mat Gedrénks a Schnittecher versuergt, soudass ee ganz onkomplizéierten an agreable Kader entstoe konnt.

Auteur: Michel Bichler

Weiderhin hu mir de Leit d‘Méiglechkeet ugebueden, Bewerbungsfotoe sur place maachen ze loossen. An eisem klenge Fotos-Eck konnt een eng ganz Rei Leit zielen, déi des nei Offer immens gär ugeholl hunn. Géint der Owend ass eist Event dann op een Enn gaangen. No engem gelongenen Austausch a flotter Ambiance ënnert de Leit, ass de Sall nees lues a lues méi eidel ginn. Fir déi Leit, déi nach net midd waren, ass et weider gaangen op den ANEIL-Fräibéier am Liquid, woubäi een den Owend gemittlech ausklénge gelooss huet. Ech soen dem ganze Comité ee grousse Merci, deen

Table Ronde 2015

bulli Fréijoer 2015 l 15


Rees 2015: Hamburg 11-14.06.2015

Fotoen: Michel Faltz

Programm

Hamburg a säin Nuetsliewen

Donneschdes, den 11.06.2015 09.30 Visite vun der Kläranlag 14:00 Visite bei Blohm +Voss 17:00 Visite vun der Elbphilharmonie Tour duerch HafenCity 21:00 Owesiessen am Brauhaus

Startschoss war Mëttwochs owes 23:15 um P&R Houwald. A wei den Zoufall et well, war Pünktlechkeet grouss geschriwwen, schliisslech gouf et kale Béier am Bus. De Bus war belueden, de Béier ausgedeelt, a schonns hunn déi Häre Buschauffer Norbert alias Norbi a Jeff hiert Gefier Richtung Köln gesteiert fir déi lescht Passagéier opzelueden. D‘Mannschaft war komplett, d‘Stëmmung gutt, de Frigo ass kontinuéierlech méi eidel ginn, bis…, den éischten déi grandios Iddi hat eng DVD ze kucken. Zäitalter vum laache war passé, lo war et un der Zäit vum Schnaarchen.

Freides, den 12.06.2015 08:00 Visite vum Kuelekraaftwierk 13:30 Hafenrundfahrt mat Terminalvisite Visite vum alen Elbtunnell 17:00 Fräizäit Samschdes, den 13.06.2015 09:00 Visite vum Fluchhafen Hamburg 13:00 Stadtrundfahrt 16:00 Visite bei Airbus Sonndes, den 14.06.2015 06:00 Visite vum Fëschmaart (fräiwëlleg) 11:30 Heemrees 17:00 Visite vun der Rheinlandraffinerie vun der Shell zu Godorf

16 l bulli Summer 2015

Dag 1: Pünktlech mat der Sonn war de Bus moies zu Hamburg agetraff, éischt Statioun war eng kleng Raststätt wou mol anstänneg Kaffi gedronk gouf, an direkt wieder op eis éischt Visite, der Kläranlag vun Hamburg. Nodeems d‘Visite vu Blohm+Voss, souwéi Elbphilharmonie mat engem Tour duerch d‘HafenCity gemeeschtert waren, ass et an den Hostel gaang. Anchecken, frësch maachen, an ee kuerze Powernapping. Um éischten Owend zu Hamburg war e grousse Buffet fir d‘ganz Equipe am Brauhaus ugesot.

Rees 2015: Hamburg


Fotoen: Michel Faltz, Michel Sun, Tzvetomir Tzvetkov

Rees 2015: Hamburg

bulli FrĂŠijoer 2015 l 17


Dag 2: Um zweeten Dag ass et moies mat enger Visite um Kuelekraaftwierk Vattenfall weidergaangen, mat uschléissender Hafenrundfahrt. Nom geplangten Dagesprogramm, hu mir nach eng fakultativ Visite vum alen Elbtunnell gemaach. Fir d‘Owesiesse war näischt spezielles geplangt, den ANEIL‘s Comité ass zesummen iesse gaang, all di aner haten fräie Choix. A klenge Gruppe gouf sech op de Wee gemaach an di verschiddenste Restaurante vun Hamburg. Awer wei den Zoufall et sou wollt, huet een sech méi

iwwerreecht. Eis allerlescht Visite war zu Köln, d‘Rheinland Raffinerie vu Shell wou mir nieft enger interessanter Presentatioun och nach eng gutt Stäerkung kritt hunn. No dëser Visite war fir e puer Studente Schluss, si goufen um Kölner Hauptbahnhof zréck an hir Fräiheet gelooss, fir déi aner ass et weider Richtung Lëtzebuerg gaang. Als Schlusswuert nach eemol e grousse Merci fir déi gelonge Rees. Et war en top Weekend, wou alles gepasst huet. Super flott, interessant an

Fotoen: Tzvetomir Tzvetkov

spéit am Owend an de Caféen, Disco oder op der Reeperbahn getraff.

ofwiesslungsräich Visite, super Kader mat gudder Stëmmung, nëmme weider ze empfehlen.

Dag 3: No deelweis laangen Nuechten mat wéineg Schlof, ass et Samschdes moies op den Hamburger Fluchhafe gaang. Duerno hu mir zesumme mat engem Guide an eisem Bus eng flott Stadtrundfahrt gemaach. Eis lescht Visite zu Hamburg war bei Airbus. Einfach impressionant wann een déi riesech Gebaier mat de Fligere gesäit, et fillt een sech direkt als Zwerg.

Auteuren: Charel Birchen, Vicky Reding

Um leschten Owend war nëmme Feieren a Party um Programm. Eng leschte Kéier d‘Reeperbahn onsécher maachen a fir puer Ausnahmen ënnert eis och nach moies op den traditionelle Fëschmaart. Dag 4: Sonndes moies war eis Zäit zu Hamburg eriwwer, net awer eis Rees. Um Heemwee, während enger Paus op enger Autobunnraststätt, hunn e puer Leit op eegen Initiativ gesuergt fir am Numm vun der ganzer Equipe dem Aneil Comité fir di gelonge Rees Merci ze soen. Sou goufe kuerzerhand puer méi oder manner sehenswert Kaddoen, vu Kichelcher bis bei de Playboy, kaaft an un d‘Comitésmemberen

18 l bulli Summer 2015

Rees 2015: Hamburg


ENTREPRISE GÉNÉRALE DE CONSTRUCTION Génie civil Gros-œuvre Ouvrages d’art Résidences et maisons de haut standing Bâtiments administratifs Constructions clé sur porte

TEL.: 26 59 91

info@soludec.lu


Rees 2015: Visite am Klärwerk Köhlbrandhöft 11.06.2015 | Hamburg

Fotoen: Michel Faltz, Michel Sun

Donneschdes Moies hate mir géint 09:30 eis éischt Visite am Klärwerk Köhlbrandhöft. Des Visite huet e bësse méi wei 3 Stonne gedauert. An enger éischter Phase krute mir d‘Klärwerk an engem Virtrag kuerz presentéiert an all deene Leit, déi net sou vertraut mat dësem Thema waren, goufen d‘Grondprozesser an déi eenzel Schrëtt an enger Kuerzfaassung erklärt. Duerno si mir vun hinnen iwwer de Site gefouert ginn, wou mir eis selwer e Bild vun der Kläranlag konnte maachen. Et ass déi gréisste Kläranlag a ganz Däitschland déi op hirem Site Ofwaasser vu gutt 1.9 Milliounen Awunnergleichwerter opbereed. An anere Stied ginn zwar insgesamt méi Awunnergleichwerter behandelt, dëst awer net vun enger eenzeger Kläranlag. De Site vum Klärwerk zu Köhlbrandhöft ass an 2 Deeler opgedeelt. Am Norden fënnt just eng mechanesch Rengegung vum Ofwaasser statt, woubäi am südlechen Deel vum Site och nach eng biologesch Virrengegung gemaach gëtt, éiert d‘Ofwaasser dann op Dradenau duerch en 80 m déiwen an 2,3 km laange Kanal ënnert dem Floss “Elbe” duerchgepompelt gëtt. Hei um Site fënnt da Stéckstoff- a Phosphoreliminatioun statt, éiert den

20 l bulli Summer 2015

Oflaf vun der Kläranlag dann an d‘Elbe geleet gëtt. Am Joresduerchschnëtt gi ronn 150 Millioune Kubikmeter un Ofwaasser op der Kläranlag gerengegt. Dobäi fale ronn 20t/d Rechengut un wat an der 1 Stufe vun der mechanescher Rengegung duerch Rechenanlagen zeréckgehale gëtt. Dann duerchfléisst d‘Waasser d‘Vierklärung wou déi sedimentéierbar Stoffer erausgeholl ginn. Dat si ronn 3t/d un Sandgut wat herno no weiderer Opbereedung an der Bauindustrie zum Ënnerbau vu Stroossen erëm benotzt ka ginn. Den energiereiche Primärschlamm den an der Vierklärung ufält gëtt herno mam Iwwerschossschlamm an der KETA (Klärschlamm Entwässerungs- und TrocknungsAnlage) entwässert a gedréchent. No der Dréchnung ginn des zesumme mam Rechen- a Siebgut an der VERA (Verwertungsanlage für Rückstände aus der Abwasserbehandlung ) thermesch verwäert. Als Stoffreschter bei der Verbrennung fale ronn 65 Tonnen Äsche un. Aus der nofolgender Rauchgas-Rengegung falen nach eng kéier 9t Gips un, déi nees an der Bauindustrie verwaert kenne ginn. Am Duerchschnëtt produzéiert des Klärschlammverbrennungsanlag zesumme ronn 170 Millioune Kilowattstonnen un Stroum a Wäermt.

Rees 2015: Visite am Klärwerk Köhlbrandhöft


Doduerch deckt des Kläranlag hire Wärmebedarf zu 100% alleng. Fir och hire Stroumbedarf zu 100 % ze decken, hu si nach 3 Wandkraaftanlagen an vill Photovoltaikanlagen zousätzlech zu hirem Gas- an Dampfturbinenkraaftwierk installéiert. Duerch des Investitioun hu si et gepackt säit 2013 energieautark ze sinn. Datt heescht si kenne souwuel hire Wärmebedarf wei och hire gesamte Stroumbedarf selwer décken, a sinn sou onofhängeg vum Stroummarché.

Düngemettel oder als Stoff fir an der Industrie aner Stoffer hierzestellen. Dëst Verfahren schléisst zousätzlech zum Phosphor och nach Aluminium a Chlorider raus. Duerch Zugabe vun Salzsaier wou et zu enger Reaktioun kennt, jee nodeem wéieen Fällmettel ee verwennt, Eisenchlorid oder Aluminiumchlorid déi op en neits als Fällmettel bei der Phosphorelimination agesat kenne ginn. Duerch Zoudoseierung vu Schwiefelsaier kann och nach Gips gewonne ginn,

Fotoen: Pascal Thinnes, Michel Faltz

D‘Prozesswaasser wat an der Schlammentwässerung an an der Schlammfaulung ufält, gëtt nodréiglech nach an engem vun hinen entwéckelten an patentéierten “Store and Treat”-Verfahren, gerengegt. Sou kenne si dat staark un Ammonium belaaschte Prozesswaasser virun der Réckféierung an d‘Virklärung nach eemol opbereeden. Duerch dëst Verfahren kenne si den Ammoniumgehalt em 60-70% reduzéieren a sou Vierklärung entlaaschten. Weiderhin hate mir déi grouss Chance eng Pilotanlag vun Remondis fir Phosphor zeréckzegewannen ze besichtegen. Dat sou genannte “REMONDISTetraPhos-Verfahren”. Dës Anlag hunn si eréischt am Februar 2015 a Betriib geholl. Also ware mir ee vun deenen éischten déi déi nei Anlag um Site konnte besichtegen. Si hunn déi Anlag installéiert aus dem einfache Grond: Phosphor ass en endleche Stoff, deen als Nährstoff fir Deieren a Planze mee awer och fir d‘Mënsche wichteg ass. Phosphor kann net, wei aner Stoffer, ersat ginn an si rechnen domadder dass an 200-300 Joer déi lescht Phosphat-Erzquellen opgebraucht sinn. Aus dem Grond soll mat der Anlag versicht ginn, de Phosphor a Form vun konzentréierter Phosphorsäier aus den Äschen vun der Klärschlammverbrennung zeréckzegewannen an den dann erëm verwäerten ze kennen, sief et als

22 l bulli Summer 2015

den och nees an der Bauindustrie verwäert ka ginn. Dëst Verfahren ass also vun ökonomescher a wirtschaftlecher Effizienz an dréit zur Schounung vu Ressource bei. Während der Visite hate mir dann och nach Chance op Faulbehältern ze goen a vun do aus eng schei Vue iwwer en Deel vum Hafen kennen ze genéissen. Duerno hunn si eis nach op en Iessen invitéiert, vu wou aus mir direkt op äis nächst Visite weider gefuer sinn. Auteur: Daniel Collignon

Rees 2015: Visite am Klärwerk Köhlbrandhöft


Business Federation Luxembourg

7, rue Alcide de Gasperi Luxembourg-Kirchberg Boîte postale 1304 L-1013 Luxembourg

E-mail fedil@fedil.lu Téléphone +352 43 53 66-1 Fax +352 43 23 28 www.fedil.lu

Service and support for member companies Information, advice and assistance Political focus on business-related issues Thematic working groups Meetings and networking Brussels representation office Founder-member of BUSINESSEUROPE


Rees 2015: Visite bei Blohm+Voss 11.06.2015 | Hamburg -Steinwerder

Foto: Michel Sun

Donneschdes Mëttes stoung eng Visite bei Blohm+Voss op eisem gutt gefëlltem Programm vun der Rees. Blohm&Voss ass eng däitsch Schëffswerft déi 1877 vum Hermann Blohm a vum Ernst Voss mat Haaptsëtz zu Hamburg gegrënnt ginn ass. Si ass haut déi lescht grouss Werft am Hamburger Hafen. Freier goufen hei vill grouss Schëffer gebaut a gefleckt an haut besteet d’Kärgeschäft gréisstendeels just nach aus der Reparatur vu Schëffer, woubäi awer och nach e puer nei Schëffer hei gebaut ginn mee net méi an där Steckzuel wei Fréier. Blohm+Voss baut nach vereenzelt Luxusjachten wei beispillsweis d’Eclipse am Joer 2010 vum Multimilliardär Roman Abramowitsch. Des Yacht huet eng Längt vun 160 Meter an ass déi zweet gréisste Privatjacht ob der Welt. Nodeems mir eis obligatoresch Foto op engem Schëffsanker bei der Entrée gemaach hunn a scho ganz kritesch vum Sécherheetspersonal vu Blohm+Voss bekuckt goufen, hu mir eis bei der Receptioun fir eis Visite ugemellt. Mir goufe vun eisem Guide begréisst an hien huet eis dunn an d‘Raimlechkeete vun der Firma gefouert. Als éischt krute mir e klenge Film gewisen, wou

24 l bulli Summer 2015

Foto: http://www.reflektion.info/html/3742_070512_2_wasser-hamburg.html

déi allgemeng Sécherheetsbestëmmungen a Verhalensregelen bei der Firma erklärt goufen. Doropshin krute mir dunn och eis perséinlech Sécherheetsausrüstung zur Verfügung gestallt, ier mir dunn déi verschidde Beräicher vun der Werft gewisen an erklärt kruten. Eise Guide huet viru senger Pensioun fir Blohm+Voss geschafft a war ënnert anerem fir d‘Iwwerginn vun den neie Schëffer un de Besëtzer a fir d’Reparaturen zoustänneg. Als éischt si mir an den Atelier gaange wou de Stol, deen zum groussen Deel aus dem Ruhrgebiet kennt, op d‘Weiderveraarbeschtung virbereet gëtt. Hei ass opgefall dass d‘Pläng zum Deel direkt op de Stol opgezeechent ginn sou dass een herno beispillsweis ganz einfach erkenne konnt wei d‘Schweesneit um Baudeel verlafe sollen. Dobäi war et impressionant ze gesinn, dass déi meeschte Stolbaudeeler net méi wei 15 mm deck waren. Nodeems mir nach déi verschidde Schweesverfahre gewise kruten, si mir weider an den nächsten Atelier gaangen. Hei si verschidde Segmenter vum Schëffsrumpf eenzel zesummegeschweest ginn fir dann zum Schluss zu engem Ganzen uneneen geschweest ze ginn. Duerno si mir aus dem Atelier bei de Quai gaangen, wou zwee Schëffer am Waasser

Rees 2015: Visite bei Blohm+Voss


Fotoen: Michel Reisch

loungen déi fir déi däitsch Arméi geduecht sinn. Bei dëse Schëffer war de Rumpf an d‘Kabinn sou wäit fäerdeg an d‘Aarbechter waren dobäi d‘Banneliewe vun de Schëffer auszebauen. Duerno krute mir déi Plaatz gewisen, wou fréier déi grouss Schëffer um Dréchene gebaut gi sinn a wann se gréisstendeels fäerdeg waren, sinn se iwwert eng Aart Rutsch an d‘Waasser gelooss ginn. Sou wei eise Guide eis dat erklärt huet, muss dat en impressionant Schauspill gewiescht sinn. Hautdesdaags ginn déi grouss Containerschëffer, déi mir och am Hamburger Hafen ze gesinn kruten, a Japan a Korea gebaut an net méi an Europa.

Wartungsaarbechten zu Besuch war. Leider ware mir zu engem Zäitpunkt an der Werft, wou net all zevill Reparaturaarbechten ustoungen, soudass mir nëmmen ee Schëff an engem Trockendock ze gesinn kruten. Dunn ass eis Visite och schonn zum Enn komm an no enger klenger Erfrëschung bei Blohm+Voss, op dësem richteg waarme Metten an der praller Sonn an der Werft, hu mir eis op de Wee op déi nächst Visite gemaach. Auteur: Michel Reisch

Um Uschloss huet eise Guide eis bei déi sougenannt Trockendocks gefouert. Heibäi handelt et sech em Verdéiwungen am Buedem, déi mat Waasser geflut kenne ginn fir dass d‘Schëff erafuere kann. Nodeems d‘Schëff opgedockt a befestegt ginn ass, gëtt d‘Waasser aus dem Dock erausgepompelt an d‘Schëff steet souzesoen um Dréchenen. Sou ass et méiglech gréisser Reparatur- a Maintenanceaarbeschten um Schëff ze ënnerhuelen. Mir kruuten och erklärt, dass d‘Queen Mary II, dat gréisste Passagéierschëff vun der Welt, schonn zwee mol a senger Asazzäit zu Hamburg an engem Trockendock fir verschidde

Rees 2015: Visite bei Blohm+Voss

bulli Fréijoer 2015 l 25


Rees 2015: Visite vun der Elbphilharmonie 11.06.2015 | Hamburg -HafenCity

Fotoen: Christian Kremer, Venant Pirrotte

Die Hamburger Elbphilharmonie gilt schon jetzt als das neue Wahrzeichen der Hansestadt. Dieser eindrucksvolle Architekturbau spiegelt einerseits den neuen urbanen und kulturellen Geist der HafenCity, sowie den innovativen Fortschrittund Entwicklungsgedanke Hamburgs (bspw. Olympia Bewerbung 2024) wieder. Anderseits steht es exemplarisch für ein hoch umstrittenes Bauvorhaben, das vor allem durch zahlreiche Planund Ausführungsfehler, Eröffnungsverschiebungen sowie die daraus resultierenden Kostenexplosion von ursprünglich geplanten 186 zu 865 Millionen € Baukosten negative Schlagzeilen gemacht hat. Um mehr über dieses gleichermaßen faszinierende wie polarisierende Projekt zu erfahren, haben wir uns am Nachmittag des ersten Tages eine Präsentation im Informationspavillon angeschaut und uns das Gebäude bei nächster Nähe während einer Stadtteilbesichtigung der Neuen HafenCity betrachtet und zahlreiche Fakten, Informationen sowie Hintergründe über den Bau erfahren. Das von dem schweizerischen Stararchitekturbüro Herzog & de Meuron (Pritzker-Preis Träger 2001) geplante Konzerthaus wurde 2005 vom Senat in Auftrag gegeben. Das architektonische

26 l bulli Summer 2015

Grundkonzept sieht eine Entkernung (für ein Parkhaus für 500 Autos) sowie einen Ausbau bzw. Glasaufbau (eine architektonisch gläserne Welle als Sinnbild für den Hafencharakter) des bestehenden Kaispeichers Baubestands vor. Der für seine rote Backsteinfassade berühmte Kaispeicher A des Architekten Werner Kallmorgen wird in ein multifunktionelles Konzerthaus umgebaut. In diesem soll unter anderem einer der weltbesten Konzertsäle, weitere kleinere Konzertsäle, ein Hotel mit 250 Zimmer und 45 Luxuswohnungen realisiert werden. Der zentral gelegene Hauptkonzertsaal ist in Anlehnung eines Weinberges terrassenförmig angelegt und bietet Platz für 2.150 Personen. Zwischen dem Alt- und Neubau, auf einer Höhe von 37 m ist eine für jedermann öffentliche Plaza von 4.000 Quadratmeter geplant, welche durch eine 82 m lange Rolltreppe mit Panoramafenster erreicht wird. Das Gebäude besitzt eine maximal Höhe von 110 m und ist verkleidet mit einer aufwändigen Glasfassade bestehend aus 1.100 teils gekrümmten und Chrom bedruckten Fensterelementen. Baubeginn war 2007, und das ambitionierte und durch 68 Millionen private Spenden

Rees 2015: Visite vun der Elbphilharmonie


mitfinanzierte Prestigeprojekt sollte ursprünglich 2010 abgeschlossen werden. Wegen ständigen Änderungswünsche (mitten im Bauprozess musste wegen dem Denkmalschutz ein komplettes Stockwerk im alten Backsteinstil aufgebaut werden), Statik- und Akustikprobleme (der große Konzertsaal ist zum Beispiel aus schalltechnischen Gründen komplett von allen umliegenden Bauteilen abgetrennt) wurde der Fertigstellungstermin ständig verlegt und die Kosten explodierten.

Die feierliche Eröffnung dieses einzigartigen Konzerthaus ist jedoch mittlerweile fest für 2017 geplant, und die Elbphilharmonie wird sich sicherlich trotz ihren Problemen und horrenden Kosten auszahlen und in Zukunft einen ähnlichen hohen Stellenwert für Hamburg einnehmen wie zum Beispiel die Sydney Oper für Sydney.

Auteur: Christian Kremer

bulli Fréijoer 2015 l 27


Rees 2015: Visite vum Kuelekraaftwierk Moorburg 12.06.2015 | Hamburg - Moorburg

Fotoen: Michel Sun

No kuerzer Verspéidung hu mir eis Visite mat engem ausféierlechen Virtrag a Kaffi gestart. Heibäi goufen niewent dem grondsätzlechem Opbau vum Kraaftwierk och e puer Grondlagen zum Stroum- a Kuelemarché erklärt. Souwéi Innovatiounen am Kesselbau, der Flexibilitéit an der Thermodynamik. Duerno hu mir déi wichtegst Komponente vum Kraaftwierk besichtegt a ware begeeschtert iwwert déi gutt Erklärungen an déi vill Informatioune, soudass sech des Visite am gefillte Ranking vun dëser Rees weit uewe befënnt, wann net souguer op der éischter Plaatz. :) Et war leider just net erlaabt Fotoen ze maachen. Dëst Steenkuelekraaftwierk Moorburg vun Vattenfall ersetzt en aalt Gaskraaftwierk (mat manner Leeschtung) fir doduerch 2x 827MW Stroum an d´Netz anzespeisen. Während dem Bau, den 2007 ugefaangen huet, goufen et gréisser Problemer well de staark sandege Ёnnergrond schlecht fir héich Belaaschtunge geduet ass an zousätzlech war dëse Buedem och nach staark mat Offäll vun enger niewendrun virleiender Raffinerie verschmotzt. Ausserdeem hu sech vill lokal Widderstänn géint dëst Kraaftwierk gebilt, well d‘Kuel eben ökologesch gesinn net

28 l bulli Summer 2015

onbedéngt zu de beschten Energieträger zielt. E gläichzäitegen Austrëtt aus Kernenergie a Kuel ass momentan awer nach net méiglech an ausserdeem well een sech aus politesche Grënn och net ze staark un eng Ressource bannen. Trotzdem war d‘Inbetriebnahm (dauert e puer Méint) vum éischte Block Enn 2014 ofgeschloss an déi vum zweeten ass momentan amgaangen. Währenddem gëtt och scho Stroum agespeist, awer et kann nach oft zu ongeplangte Ёnnerbriechunge kommen, well et en Testbetrieb ass, wou ënner anerem och d‘Ofgaswäerter (d‘Grenzwäerter ginn hei am Schnëtt 50% ënnerschratt) an aner relevant Parameter iwwerwaacht ginn. Den Nettowirkungsgrad ass op 46,5% begrenzt, well déi ursprénglech geplangte Fernwärmenetzaspeisung aus politesche Grënn elo net méi gewollt ass. Anescht géing dësen bei 61% leien, béid sinn awer natierlech vill méi effizient, wéi al Kuelekraaftwierker déi bei iwwer 10% manner Wirkungsgrad leien an d‘Steenkuel ass och ökologesch der Brongkuel virzezéien. (z.B. de Verbrauchsënnerscheed: Steenkuel 750g/ kWh Stroum, Brongkuel 1150g/kWh Stroum) D‘Ofgasrengegung besteet typëscherweis aus

Rees 2015: Visite vum Kuelekraaftwierk Moorburg


www.karpkneip.lu

Faire des routes irréprochables, c’est notre métier.


Foto: Dennis Hövelmann

Entstëckung, Wärmerückgewinnung, ElektroFilter an natierlech enger Entschwiefelungsanlaag, woubäi och schonn am Brennraum optiméiert gëtt. Well och hei natierlech Kill- a Prozesswaasser (20% Reewaasser) aus der Elbe genotzt gëtt, mussen Ausgleichsmooßnahme getraff ginn. Heifir ass nieft e puer klenge Projeten eng modern, opwänneg an effektiv Fëschbréck Geesthacht vun Vattenfall finanzéiert ginn. D‘Kuel kënnt mëttlerweil zum gréissten Deel aus Afrika, Asien an Nordamerika (ënnerschiddlech Qualitéiten) a muss oft gemëscht ginn, fir wichteg Parameter wéi de Wirkungsgrad an och d‘Ofgaswäerter relativ konstant ze halen. Mam Schëff gëtt d‘Kuel ugeliwwert an op der Plaatz gelagert. Dës ka fir max. 30 Deeg, ënner Volllaascht (12.000t/Daach), an 2 gigantesch „Kohlehaldenlager“ stockéiert ginn. D‘Förderung gëtt iwwert en Förderband ausgefouert, wat sech an en iwwerlappende Rouer verforme kann, fir ze vermeiden dass zwëschent Lager a Kesselhaus Friemstoffer wéi Waasser (Reen) oder Stëbs kënnen ausgetosch ginn.

30 l bulli Summer 2015

Ee Block besteet aus Brennraum, Héichdrockturbine, Zwëscheniwwerhëtzung, Mëtteldrockturbine an enger duebeler Nidderdrockturbine, wéi et bei moderne Kesselkraaftwierker üblech ass. De Stroum gëtt trotz senger gerénger Distanz zur Stad an d‘Héichspannungnetz gespeist. Opgrond vun der vill méi héijer Flexibilitéit, kann d‘Kraaftwierk net nëmmen d‘Grondversuergung sécherstellen, mee zousätzlech déi 3 Stufe vun der Regelenergie leeschten. D‘Leeschtung kann tëscht 40-103% vun der Nennleeschtung, banne Minutten, ugepasst ginn. Bis 28% wieren technesch méiglech, mee da kommen d‘Wäerter an den Ofgasen un d‘Limite an de Verschleis a Brennstoffschlupf sinn dann ze héich. Doduerch reduzéiert sech de Wirkungsgrad, soudass dat ganzt sech net méi rentéiert. Leeschtungen iwwer 100% sinn och net ideal a kenne just kuerzfristeg als Stroumnetzregelungen agesat ginn. Asaatzzäit vum Kraaftwierk sinn 7000h/ Joer. No engem Eroffueren ob 0%, dauert d’Ufuere jee no Standzäit awer relativ laang (MinuttenStonnen). Auteur: Dennis Hövelmann

Rees 2015: Visite vum Kuelekraaftwierk Moorburg


Competences + Creativity = INNOVATION  Global leader in Ironmaking Technologies - Construction of complete blast furnaces, coke ovens, agglomeration & direct reduction plants - Advanced environmental protection, energy-saving & recycling technologies

If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com.

 Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects

Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, South Africa, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam

visit us on facebook

bulli Fréijoer 2015 l 31


Rees 2015: Hafenrundfahrt 12.06.2015

Fotoen: Venant Pirrotte

Mam Guide Kowolik Klaus huet sech ganz Equipe op eng gemittlech Hafenrundfahrt am klimatiséierte Bus gefreet. No enger ganz interessanter Visite am Kuelekraaftwierk sinn d‘Temperaturen ëmmer méi geklommen a sou ass d‘Rundfahrt gutt komm fir sech och e bëssen ze erhuelen. No der Begréissung vum Guide ass et dunn bei de Landungsbrécken zu Hamburg lass gaang. Dat éischt wat de Klaus eis hei erkläert huet, war den Elbtunnel. Een Tunnel dee vun 1907-1911 gebaut gouf, mat enger Längt vun 425 m a fréier d‘Aarbechter vum Land op déi verschidde Wäerfte bruecht huet. Och haut gëtt den Tunnel nach gäre besicht a souguer benotzt. Am Dag ass den Tunnel vu Mëtternuecht bis 13.00 a Richtung Wäerften op, duerno dann vun de Wäerften a Richtung Land. Sou dass d‘Leit gemittlech vun der enger op déi aner Säit goe konnten. No den Explikatiounen ass et Richtung Hafen a Logistik Zenter gaang. Um Wee dohin, hu mir wuel ee vun de schéinsten an deiersten Schëffer déi momentan op de Weltmierer ronderëm fuere gesinn: Queen Mary 2. Nodeems Fotoe vun der Queen Mary geschoss goufen, krute mir e puer interessant Zuelen iwwert den Hafen erzielt.

32 l bulli Summer 2015

Den Hamburger Hafen ass 800 Joer al, den zweet gréissten an Europa an den 15 gréissten op der Welt. Fréier war déi sougenannte ”Speicherstadt” do fir alles zwëschen ze stockéieren. Haut kommen eng dausendene Containeren déi vu risege “Van Carrier”, op hier Zwëschepositioun stockéiert ginn, fir duerno nees op d‘Rees ze goen. Um eigentleche Site vum Hamburger Hafen Logistik Zenter sinn dunn nach méi Zuelen an Donnéeë geflu komm. Dëse Site ass ee vu 16 Terminal‘s am Hafen, a genau 150 km vum oppene Mier fort. 2000 Camione befueren déi 16 Terminals all Dag. Dësen Terminal wär een universal Terminal, well d‘Méiglechkeet besteet den Terminal a puer Stonne vun engem risegen Autoparkplatz an ee Containerdepot ëmzebauen. Gréisstendeels géifen awer op dësem Site Autoen, Maschinnebaudeeler a Friichten ëmgeschloe ginn. De ganze Site ass 1km2 grouss, 170.000 nei an al Autoe verloossen den Hafen fir afrikanesch an amerikanesch Kontinenter. Am Dag schaffe bis zu 1.000 Aarbechter um Site. Interessant war ze gesinn, dass all Zentimeter Platz benotzt gëtt. D‘Autoen déi Richtung afrikanesch Länner fueren, goufe mat ale Wäschmaschinnen, Computeren a sämtlech aner Saache voll gedruddelt.

Rees 2015: Hafenrundfahrt


Foto: Dennis Hövelmann

Nodeems mir de Site vu banne besichtegt hunn, hu mir eis Rundfahrt weider gefouert. Et ass Richtung Köhlbrandbrücke gaang. Dëst ass eng 55 Meter héich an eng vun de mécht befuerene Brécken zu Hamburg. Iwwert d‘Bréck gefuer, konnte mir duerno d‘Belueden an d‘Entluede vun engem Containerschëff erblécken. Des Container ginn et an 2 Mossen: 20ft (Fouss) wat 6 Meter Längt entsprécht a 40ft wat 12 Meter entsprécht. +/- sollen 90 Mio. Container am Joer am Hafen beweegt ginn.

800 Weichen huet an am Dag sollen do 220-250 Zich passéieren. Zeréck bei de Landungsbrécken, hu mir eise Guide misste goe loossen an haten nach e puer Minutte fir den Elbtunnel vu bannen z‘analyséieren. Duerno ass et Richtung Hostel gaang fir sech frësch ze maachen an den Dag gemittlech auskléngen ze loossen. Auteur: Pascal Thinnes

No engem kuerze Stopp, ass et dunn och direkt weider duerch den Hafen gaang. Mir kruten nach sämtlech aner Platze gewisen wou een d‘Be- an entluede gutt beobachte konnt. Um Wee fir op des Platzen si mir iwwer gefillte 40 Brécke gefuer. Hamburg soll ronn 2.500 Brécken hunn. Dofir ass Hamburg och net fir näischt d‘Stad vun de Brécken. Kuerz viru Schluss vum Mëtten, si mir nach op eng Platz gefuer op där mir ee vun de gréisste Containerschëffer op der Welt fotograféiere konnten. No sëllechen Selfies mat dësem enorm grousse Schëff, hu mir eis dunn nees op de Wee Richtung Landungsbrécken gemaach. Um Wee fir Heem, si mir nach laanscht d’Bunn gefuer, déi no den Donnéeë vun eisem Guide 320 km laang ass, Foto: Michel Sun

Rees 2015: Hafenrundfahrt

bulli Fréijoer 2015 l 33


Fotoen: Dennis Hรถvelmann, Tzvetomir Tzvetkov

34 l bulli Summer 2015

Rees 2015: Hafenrundfahrt


Bâtiment ELISE à Leudelange – réalisé par CDCL en tant qu’entreprise générale de construction www.cdclux.com


Rees 2015: Visite vum Fluchhafen Hamburg 13.06.2015

Fotoen: Dennis Hövelmann

E puer Stonnen no eiser Visite op der Reeperbahn ass et dann mam Bus op de Fluchhafen Hamburg gaangen. Wéi mir do ukomm sinn, hu mir fir d‘éischt mol – de Käpten viraus – den Terminal Tango misste sichen. Nodeems dëse fonnt war, ass et dann och méi oder manner kuerz drop lass gaang. Mir kruten un engem Miniaturmodell déi verschidden Ofleef erklärt an e puer wichteg Zuelen vum Fluchhafen vermëttelt. De Fluchhafen Hamburg gouf 1910 als Hafe fir Loftschëffer vun Zeppelin konstruéiert an ass den hautdesdaags eelste Fluchhafen deen an Europa domat nach op sengem originellen Standuert steet. D‘Loftschëffer vun Zeppelin sinn deemools an 3-4 Deeg eriwwer an Amerika geflunn a waren deemools scho mat Kichen a Kummeren equipéiert. All Joers ginn op deem 570 ha groussen Areal em 15 Mio. Passagéier vun am ganze 15.000 Mataarbechter ofgefärtegt. De Fluchhafen verfügt ënnert anerem iwwer 2 Terminals, een Hotel, Wiederstatioun, Radartuerm (100km Räichwäit) sou wéi ee Blockheizkraftwierk mat enger Leeschtung vun 80 MW/h. Des Weideren besetzt de Fluchhafen eng eegen Hal fir Triebwerkstester, wou d‘Turbinne kenne getest ginn ouni d‘Awunner aus der

36 l bulli Summer 2015

Ëmgéigend mat ze vill Kaméidi ze belaaschten. Bei voller Leeschtung fléissen 650 m3 (Volume vun engem Eefamilljenhaus) Loft pro Sekonn duerch eng Turbinne. Hamburg Airport war dann och den éischten europäesche Fluchhafen mat integréierter Tankstell fir Fligeren. D‘Versuergung vun de Fligere mat Kerosin ka jee no Fligertyp och mol 4h daueren. (Boeing 747: 216000L, Airbus A380: 324000L). Natierlech besetzt de Fluchhafen och en eegen Asazzenter fir Noutfäll. Zwëschefäll ginn a folgend 3 Kategorien agedeelt: Stufe 1 „Local Standby“ wann z.B. just een Triebwerk ausfält. Rettungskräfte waarden als Virsiichtsmoossnam virum Asazzenter. Stufe 2 „Full Emergency“ wann z.B. all Triebwerker ausfalen a nëmmen nach Noutfallsystemer schaffen. Déi ganz Rettungsequipe steet a Bereetschaft an d‘Hamburger Rettungsdéngschter gi präventiv iwwert d‘Gefor informéiert, sou ginn och Better a den Hamburger Klinike fräigehal

Rees 2015: Visite vum Fluchhafen Hamburg


Stufe 3 „Aircraft Accident“ Wann ee Fliger net wéi geplangt erofkënnt. Wat d‘Präisser vun z.B. engem mëttelgrousse Fliger ugeet, kann ee mat ronn 120 Mio Euro rechnen. Dobäi kommen dann nach jäerlech Wartungskäschte vun 8-9 Mio/a. D‘Benotzerkäschte fir d‘Airlines ass ofhängeg vum ufalende Kaméidi a ka vun 500 Euro pro Start a Landung bis em ee Faktor 20 uklammen.

E bësse méi ofgeleeë stinn dann déi méi kleng Sports- an Hobbyfligeren. Hei fënnt een dann och an enger Hal e puer Privatjets. D‘Käschte fir eng Standplaz an dëser Hal leien jee no Gréisst a Gewiicht och gäre mol am 5 stellege Beräich. Eng méi extravagant Form vun Privatjet léisst sech dann am Moment och een Ölscheich um Fluchhafen Hamburg zesummenbastelen. Als Basis heifir dengt eng Boeing 747-8l (Neipräis 270 Mio. Euro) déi dann nach mat ähnlech iwwerliewenswichtegen Ariichtunge wéi ee Lift an e Buedzëmmer vu 60m2

Fotoen: Venant Pirrotte

No enger klenger Presentatioun mat Liichteffekter a Sound iwwert déi verschidden Ofleef vum Fluchhafen um Miniaturmodell, hu mir eis dunn mat engem Bus op d‘Fluchfeld beginn. Do goufe mir fir d‘éischt gebieden eis Waffen ofzeginn a mir kruten all méiglech Szenarie geschildert, déi antrieden wann een e Fouss aus dem Bus setzt. Am Bus krute mir dunn erklärt dat d‘Frontliicht ënnert dem Cockpit dem ground an Traffic signaliséiert dass dat entspriechend Gefier a Beweegung ass. Gelant gëtt iwwert den Norden a gestart iwwert de Westen. Ee Fliger kann dobäi op 3 Aart a Weise bremsen. Iwwert Bremsfliggel, de Schubumkehr an den Turbinnen oder mat der Foussbrems (bei geréngen Geschwindegkeeten). Ee Fliger kann net no hanne fueren a muss vun engem Schlepper (Gewicht 30 to) gedréckt ginn woubäi d‘Lenkung blockéiert gëtt.

ausgestatt gëtt. Dëst net genuch, kréien d‘Turbinne fir den Noutfall dann e klengen Upgrade fir d‘Leeschtung em 10% ze erhéijen. Schlussendlech fuere mir dann nach laanscht eng Enteisungsanlage wou d’Maschinnen am Wanter mat enger Wasserglycolmëschung entäist ginn. No gutt 3 Stonne war des Visite um Enn a mir hunn eis op de Wee an den Terminal gemaach fir eng kleng Basis fir d’Stadtrundfahrt ze kréien. Auteur: Michel Faltz

Déi giel-schwaarz Autoen déi nervös zwëschent de Fligere rondrëmfueren, kontrolléiren penibel d‘Anhalen vun de Verkéiersregelungen um Fluchhafen woubäi et een ähnleche Punktesystem gëtt ewéi op der Strooss. Dëst kann dann och zu engem Fuerverbuet feieren.

Rees 2015: Visite vum Fluchhafen Hamburg

bulli Fréijoer 2015 l 37


Rees 2015: Stadtrundfahrt duerch Hamburg 13.06.2015

Fotoen: Tzvetomir Tzvetkov

Samschdes Mëttes hu mir eng Stadtrundfahrt mat enger lokaler Guide, dem Birgit, enger „waschechter“ Hamburgerin gemaach. Si huet eis fir d‘éischt puer allgemeng Saachen iwwer Hamburg erzielt: Hamburg huet 1,8 Milliounen Awunner an ass domat déi zweetgréisst Stad an Däitschland, mee dofir d‘Haaptstad vun de Brécken, ronn 2.500, méi wéi Amsterdam a Venedeg zesummen. Fir d‘éischt si mir laanscht d‘Sierichstraße gefuer, eng Einbahnstrooss wou d‘Richtung vum Verkéier zweemol am Dag gewiesselt gëtt, moies geet et eran an d‘Stad a mëttes rëm raus. Duerno si mir an d‘Staddeeler Winterhude an Harvestehude, mat dem Stadpark a villen deiere Luxusvillaen gefuer. Duerno hu mir d‘Außenalster mat ville Segelbooter, wou d‘Segelen zu Hamburg all musse wäiss sinn a wou keng Elektrobooter erlaabt sinn, gesinn. Am Staddeel Rotherbaum si vill Szenebars a Restauranten. Hei ass och eng Tennisarena wou all Joer am Juli een Tournoi gespillt gëtt. Ukomm bei der Binnenalster, mat senger bis zu 60 Meter héich späizender Waasserfontän, hu mir och de Firmensëtz vun der Hapag-Lloyd-Rederei, de 5-Stäre Luxushotel „Vier Jahreszeiten“ an d’Alsterhaus, ee grousst Akafszenter gesinn.

38 l bulli Summer 2015

Weider goung et iwwert de Jungfernstieg, dat ass déi éischt (1838) asphaltéiert Strooss an Däitschland, hei ginn er vill gutt Restauranten an och d’Rathaus vun Hamburg. De Bus huet kuerz virun dem Michel ugehal, d’Wahrzeechen vun Hamburg, der d‘St. Michaelis Kierch,mat hirer grousser Tuermauer, der gréisster aus Däitschland. Um Wee fir op den Hamburger Kiez an de Staddeel St. Pauli si mir laanscht d’Davidwache gefuer, eng Policestatioun, bekannt aus ville Krimien. Op der Reeperbahn, och „die sündigste Meile der Welt“ genannt, si ganz vill Discoen, Bars, an nach vill aner Lokaler wou een sech owes gutt amuséiere kann ;) Hei gouf och Museksgeschicht geschriwwen an zwar haten d‘Beatles 1960 hiren éischten Optrëtt hei, dofir ass hei och de Beatlesplatz am Agang vun der Großen Freiheit. Puer Stroosse weider ware mir um Fëschmaart, wou all Sonndegmoien vu 5 bis hallwer 10 e grousse Maart ass, wou een haaptsächlech frësche Fësch, Uebst, Zoossissen oder all méigleche Kremche kafe kann. Moies um 5 Auer ass sou ee Fëschbréitchen eng richteg Delikatess. Um Wee laanscht d‘Elbe, déi op enger Längt vun

Rees 2015: Stadtrundfahrt duerch Hamburg


BA NQ UE ET LʼE TAT ARGN E DE CA ISS E DʼEP G UR LUXEMBO

Expire Fin

SC HM ID T JIL 33 4444 5555 LU11 2222 33

Compte Numéro

02/20

rte lassic, d’une ca C A IS V e rt ca e tez d’un s de NIF, vous profi pe, de solution ro u E Avec axxess U n e t u o s. rt a valable p utres avantage a s le ip lt u m de débit axxess e d et . our vos études es une réussite d tu é s financement p vo e d .lu e fos sur axxess tre look et fair in t vo e r s e n rd io a it g d r n u o P ans : co nts de 18 à 30 Pour les étudia

Carte Numéro

65 43 21

100% JEUNE. 100% VOUS.

UNIF

Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. (+352) 4015-1

JE N’ÉTUDIE PAS uniquement K O O L MON


Foto: Dennis Hövelmann

42 km duerch Hamburg fléisst, si mir laanscht d‘Landungsbrécke komm. Hei leit d‘Museumschëff Rickmer Rickmers an hei ass och den Agang fir an den alen Elbtunnel. Den Tunnel huet eng Längt vu ronn 426 m a geet ënnert der Elbe duerch. 2011 gouf en mam Titel „Historische Wahrzeichen der Ingenieurbaukunst in Deutschland“ ausgezeechent. Duerno si mir an d‘Speicherstadt komm, wou fréier Kaffi, Téi oder Teppecher gelagert gouffen. Haut ass hei ënner anerem d‘Miniatur Wunderland, déi gréisste Modelleisebunn vun der Welt an och d‘Elbphilharmonie, dat neit Wahrzeechen vun Hamburg. Direkt un d‘Speicherstadt grenzt d‘HafenCity. Hei entsteet op enger Fläch vun 144 ha bis 2025 een neie Staddeel mat moderne Wunnengen fir 12.000 Leit an och Aarbechtsplaze fir bis zu 45.000 Leit. Hei ass och de Kreuzfahrtterminal wou d‘Queen Mary 2 uleet, wann si op Besuch zu Hamburg ass. Zum Schluss si mir nach iwwert d‘Köhlbrandbréck gefuer, déi zweetgréisst Stroossebréck an Däitschland. No gutt zwou Stonnen huet de Bus eis bäi d‘Wierk vun Airbus bruecht. Auteur: Chris Schaul Foto: Tzvetomir Tzvetkov

40 l bulli Summer 2015

Rees 2015: Stadtrundfahrt duerch Hamburg


Société Nationale de Certification et d’Homologation

homologation e13 E13 certification CE0499 maritime EN ISO 3874

EN ISO 27000 EN ISO 9000 CSC

Homologation Approval in accordance with ECE regulations related to the 1958 United Nations Agreement concerning the adoption of uniform conditions of approval and reciprocal recognition of approvals for motor, vehicles, equipments and parts.

SNCH, the competent authority designated by the Minister of Sustainable Development and Infrastructure in the areas of automobile certification and supervision of technical services.

Approval in accordance with EU directives and regulations related to the acceptance of motor vehicles and their trailers, systems, components and separate technical units, agricultural and forestry tractors, two and three wheel vehicles and quadricycles. • 2007/46/EC Motor vehicles

• 168/2013/EU Two and three wheel vehicles, quadricycles

• 167/2013/EU Agricultural and forestry tractors

CE 0499 Certification

Maritime Certification

Notified Body N°: NB 0499 for a number of EC directives

SNCH inspects and certifies Containers, Swap Bodies and Cargo Securing Equipment for international and maritime transport.

In this capacity SNCH evaluates the conformity of products with the essential requirements and ensures the technical application of the procedures referred to in the directives.

• Convention for Safe Containers (CSC) 1972

• 89/686/EC Personal protective equipment

• 94/25/EC 2013/53/EU Recreational craft

• 2000/14/EC Noise emission in the environment by equipment

• 2007/23/CE Pyrotechnical articles for vehicles

Société Nationale de Certification et d’Homologation s.à r.l. 2a Kalchesbrück

Tél.: (+352) 261 570 - 250

L-1852 Luxembourg

Fax: (+352) 261 570 - 244

info@snch.lu

www.snch.lu

• International Maritime Dangerous Goods Code (IMDG) and ADR • EN ISO 3874 Freight Containers Handling and securing


Rees 2015: Visite vun Airbus 11.06.2015 | Hamburg - Finkenwerder

Foto: Venant Pirrotte

Airbus an hire Site zu Hamburg D‘Visite, op déi mir eis sécher all am meeschte gefreet hunn war déi bei Airbus. Sou si mir Samschdes mëttes am Schloreen virun de Paarte vun Airbus bäigefuer. No der üblecher Kontroll ass de Bus mat eis an zwee Guiden tëscht de groussen Hale bei ee klenge Schapp gefuer. An engem Film gouf den 370 ha grousse Produktiounsstanduert zu Hamburg erklärt. Sou hunn si eng eege Start- a Landepist, ee klengen Hafen, eng vun de gréisste Lackéierhalen aus Europa an déi weltwäit gréisst schalldicht Hal. Déi brauche si fir un de fäerdege Fligeren d‘Turnbinentester ze maachen. Am ganze schaffen um Site Hamburg, Finkenwerder, 15.000 Leit an der Produktioun, Entwécklung a Verwaltung. An engem weidere Raum stoungen Exponater wou een d‘Material aus dem ee Fliger gebaut gëtt méi genau konnt kucken an upaken. Zum Funktionnement vun hirer Produktioun ass ze erklären, dass Airbus intern am Betrib vill Iwwerféierunge vu Baudeeler a Fligere mécht. Sou hunn si selwer 5 Airbus Beluga‘en. Dëst sinn Transportfliger fir den Transport vu grousse Baudeeler. Et sinn der 5, well ab 6 Fligere gëllt een als Fluchgesellschaft. D‘Hale sinn an engem spezielle Gro-Toun ugestrach. Dofir ass eng Zäitchen gekuckt

42 l bulli Summer 2015

Foto: www.airbus.com

ginn, wéieng Faarf den Himmel iwwer Hamburg huet. Doraus ass eng Moyenne gerechent ginn an do huet sech dëse Faarftoun erginn. Zu den Halen ass och ze soen, dass d‘Endmontage-Hal vum A380 eng Glasfront als Paart huet. Dës gëtt als „Größtes Schaufenster Hamburgs“ bezeechent. Airbus an hir Fligeren Airbus steet nieft Boeing un der Spëtzt vun de Fligerkonstrukteure. Vill Fluchgesellschafte verloossen sech op Fligeren aus europäescher Produktioun. Mee des Qualitéit huet hire Präis. Sou muss ee ca. 200 Mio. € an d‘Hand huele fir sech een A320 ze kafen. D‘Turbinne maache ronn een Drëttel vum Präis aus. Fréier war et gang und gebe, dass och kleng Fligeren 3-4 Turbinnen haten. Dat loung dorun, dass ee Fliger och nom Ausfall vun enger Turbin huet musse fléie kënnen. Haut sinn d‘Turbinnen sou performant, dass eng Turbin alleng de Fliger start, an der Luucht halen an och lande kann. De Client ka bei Airbus aus 3 Turbinnen-Hiersteller, Pratt & Whitney, Rolls Royce oder General Electric, eraussichen. De Montage vun engem Fliger Den A320 ass ee vun de meescht benotzte

Rees 2015: Visite vun Airbus


Fotoen: Charel Roemen

Persounefliger um Marché. Seng Komponente ginn an Däitschland, Frankräich, Spuenien an England hiergestallt. Dës ginn dann mat Schëffer an Airbus Beluga‘en op Hamburg transportéiert. An der éischter Montagehal ginn déi eenzel Rumpfdeeler vum A320 mateneen verbonnen. Dëst geschitt a 4. eenzelne Montageschrëtt. An der nächster Hal ginn d‘plakeg Rumpfen op engem horizontale Paternoster-Montage-Band duerch déi ganz Hal gefouert. Vun der Rampe aus kommen d‘Monteuren un de Fliger erun a schaffen do folgend Schrëtt of: • De Rumpf gëtt op de Montage virbereet (Transportfolien ewech maachen, ee provisoresche Buedem gëtt an de Fliger geluecht, geféierlech a schaarf Kante gi protegéiert, ...) • Halterunge vir Leitungen a Kabele gi montéiert • D‘Baussewänn vum Rumpf gi mat Glaswoll isoléiert • Kabelen an Hydraulikleitunge gi verluecht. Dës gi puermol während dem Montage getest • Leitungen a Kabele gi mat Schaumstoffhüllen isoléiert

ginn. Vun do aus ginn se dann an déi nächst Hal bruecht, wou Front, Heck, Säiteleedwierk a Flilleke montéiert ginn. Dëst Aarbechtsschrëtt sinn och rëm a 4 agedeelt. Dobäi ginn och direkt déi Leitungen tëscht de Baudeeler verbonnen. An enger gréisserer Hal stinn déi fäerdeg montéiert Rumpfe vum A320 an der Rei. Hei gi Fuerwierk, Säiteleetwierk an all weider technesch Komponente montéiert. Fir d‘Endmontage an d‘Lakéierung gëtt den A320 an een anert Wierk iwwerfouert. Den A380 ass de gréisste Persounefliger vun der Welt. Zu Hamburg konnte mir gesinn, wou eenzel Rumpfstécker montéiert ginn. Dofir ginn eenzel Segmenter an enger Virriichtung fixéiert a mat Hëllef vu Lasertechnik vermooss, ob se richteg positionéiert sinn. Da ginn d‘Baudeeler verbonnen. Dës Rumpfbaudeeler ginn dann an ee weidert Wierk gefouert. No e puer Woche kommen déi fäerdeg montéiert Baudeeler als A380-Fliger zréck op Hamburg. Do gi se lackéiert an de Bannenausbau (Sëtzer, Verkleedungen, Teppecher, etc.) gëtt ofgeschloss. Uschléissend gëtt de Fliger op Häerz a Niere getest.

Dës Aarbechtsschrëtt sinn sou opgedeelt, dass 12 Fligere gläichzäiteg an der Hal kënne montéiert

Auteur:Charel Roemen

Rees 2015: Visite vun Airbus

bulli Fréijoer 2015 l 43


Vous avez un projet ? Nous avons les solutions ! Nos experts unissent leurs compétences pour vous accompagner dans tous vos projets.

Simon-Christiansen & Associés S.A. : études des structures bâtiments et ouvrages d’art / project management / coordination de sécurité et santé / énergies renouvelables / dossiers d’autorisation / BREEAM Luxplan S.A. : urbaniste / infrastructure / environnement / mobilité / direction des travaux / topographie Geoconseils S.A. : étude géotechnique, hydrogéologique et environnementale Zilmplan s.à r.l. : études urbanistiques

Toutes nos prestations de haut niveau professionnel et notre grand savoir-faire couvrent toutes les facettes de vos projets en partant des études d’identification et allant jusqu’à la phase opérationnelle.

Ne perdez plus de temps, travaillons ensemble sur vos projets !

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09


Nos experts vous accompagnent dans vos projets de A Ă Z


Rees 2015: Visite vun der Rheinland Raffinerie 14.06.2015 | Köln-Godorf

Foto: http://www.heise.de/foto/galerie/foto/Shell-in-Koeln-Godorf-

Direkt wou mir bei der Rheinland Raffinerie ukomm sinn, krute mir däitlech ze gesinn dass Sécherheet ganz grouss geschriwwe gëtt. Ier een op d‘Haaptgelänn goe kann, kritt normalerweis all Visiteur e Film vun 30min iwwert d‘Sécherheet gewisen a muss uschléissend en Test bestoen. Esou mussen z.B Visiteuren déi mat engem Bus iwwert Gelänn fueren ugestréckt sinn oder mussen d‘Mataarbechter Kleedung unhunn déi antistatesch ass. De ganze Site ass bis zu engem gewësse Punkt virun Äerdbiewe geséchert a gëtt all 5 Joer vum TÜV inspizéiert. D‘Messwarte ass mat explosionsgewährte Fënsteren ausgeluecht, sou dass een am Katastrophefall vun do aus de Site nach steiere kann. E puer weider Sécherheetsmoossname goufe bei den Tanks ugeluecht. Hannert deene befënnt sech neemlech e Sécherheetsbësch, deen am Fall wou eng gréisser Quantitéit u Mineraluelkuelenwasserstoffer auslafe géif, dëst opfänke géif. Am Brandfall befanne sech ronderëm des Tanks Schaumlëschleitungen, a domatten de Beton engem net rondrëm d‘Ouere flitt, däerfe Sécherheetsventilen natierlech och net feelen. Rheinland Raffinerie ass och am gaangen hier Tanks ze moderniséieren. En duebelen Daach fir

46 l bulli Summer 2015

Foto: visit-saint-nazaire.de

den entweechende Gas opzefänken an en duebele Buedem mat Vakuumerhaalung fir eng Fuite ze détekteiren ginn de Moment ausgeluecht. D‘Raffinerie gëtt per Pipeline vu Rotterdam mat bis zu 16 Milliounen t/a (am Verglach, ursprénglech woren et 450 t/a) Rohueleg versuergt, a gehéiert domatten zur gréisste Raffinerie vun Däitschland. Falls et zu enger Ënnerbriechung vun dëser Versuergung kënnt, z.B wéinst Wartungsaarbechten, da kann d‘Rheinland Raffinerie mat hire 6 Vierlagbehälter vu jee 7000 m3 bis zu enger Woch di Versuergungsennerbriechung u Rohueleg iwerbrécken, ënnert der Bedingung dass Vierlagbehälter voll sinn. Mä Rohueleg ass och net gläich Rohueleg. Sou ass z.B de russesche Rohueleg schweefelräich a muss onbedéngt virdrun entschweefelt gi wann verschidden Anlagen net korrosiounsbestänneg sinn. Den Effekt vun der Korrosioun gouf awer mat deem méi bëllege Rohueleg aus Russland beim alen Destillatiounstuerm bewosst ugewannt fir sou beim Ofbau vum Destillatiounstuerm un Entsuergungsmaterial ze spueren. Am Anlagendeel vu Wesselingen ass et kee Geheimnis méi dass sech ënnert dem Buedem ee Kerosin-Séi vu ca. 1 Millioun Liter duerch eng marod ënnerierdesch Leitung

Rees 2015: Visite vun der Rheinland Raffinerie


ugesammelt huet. Déi Emwëltbelaaschtung probéiert een duerch engem nach net esou verbreede biologeschen Ofbauverfahren an de Grëff ze kréien. Fir dass dat Ganzt an nächster Zukunft net méi esou séier geschéie kann, huet sech Rheinland Raffinerie bis 2030 als Ziel gesat all ënnerierdesch Leitungen uewerierdesch ze verleeën. Rohueleg kann ee leider net chemesch a seng Eenzelkomponenter opsplécken, dofir muss ee beim intensiven Crackverfahren op vill Wärmeenergie zréck gräifen. Sou gi schlussendlech 38 % vun den Endproduiten iwwert Schëffer um Hafen vum Rhäin, 28% iwwert LKW, 22 % iwwert Pipeline, 11 % iwwert Pipeline zu Lyondell Basell, eng petrochemesch Industrie an 1% iwwert Schinnen transportéiert. Zum Schluss si mir nach gewuer ginn, dass weltwäit op de Raffinerien sech e Stéck Lëtzebuerg befënnt. D’Firma “John Zink”, déi hire Sëtz zu Diddeleng huet, produzéiert nämlech Brennkäpp vun de Gasfackelen. Auteur: Joahnn Winkel Fotoen: Charel Roemen, Venant Pirrotte

Qu’avez-vous fait ces 5 dernières années ? bulli Fréijoer 2015 l 47

Construire son avenir, visitez www.bce.lu / about us / careers


Witzer Was haben ein Tiefbauingenieur und ein Arzt gemeinsam? Bei beiden liegen die Fehler unter der Erde. „High Tech“ Management Skills Ein junger Ingenieur verlässt abends sein Büro, als er seinen Chef im Flur trifft. Dieser steht etwas hilflos vor dem Shredder und kratzt sich am Kopf. „Hören Sie, junger Mann.“, sagt sein Chef als er den Ingenieur erblickt, „Ich habe hier eine Angelegenheit von äußerster Wichtigkeit und meine Sekretärin hat bereits Feierabend gemacht. Können Sie dieses Ding hier zum Laufen bringen?“ „Kein Problem.“ sagt der Ingenieur. Er schaltet den Shredder an, legt das Papier ein und drückt den Start-Knopf. „Ausgezeichnet, ausgezeichnet!“ ruft der Chef, als er das Papier in der Maschine verschwinden sieht. „Ich brauche nur eine Kopie.“ Du weißt, dass du ein Ingenieur bist, wenn... wenn du Witze nur über Mail erfährst wenn du dich auf Weihnachten nur freust, weil du da die Kinderspielsachen zusammenbauen kannst wenn du eine Stunde über das mögliche Ergebnis eines Tests zu diskutierst, den man innerhalb von 5 Minuten gemacht hätte wenn du tatsächlich jede einzelne Funktion deines graphischen Taschenrechners benutzt hast wenn du nur der „Effizienz“ wegen einen Bart trägst wenn du, um etwas zu erklären, immer auf Papierservietten zeichnest Fann de Feeler ! :)

48 l bulli Summer 2015

Witzer


Foto: www.grocha-fotos.com

Foto: media.licdn.com

Grouss ANEIL Ëmfro 2015 De Comité gëtt all Joer am Dezember vun de Memberen vun der ANEIL gewielt a schafft dann e Joer laang fir dass eise Veräin weiderhin sou erfollegräich bleift. Mir vum Comité hunn eis awer lo geduecht, dass et Zäit gëtt fir erauszefannen ob dann och de Gros vun de Memberen zefridden ass an ob et vläit nach flott nei Iddie ginn - dëse Summer dierfen d’Memberen dann also och mol eng Hand upaken! Als zousätzlech Motivatioun ass d’Ëmfro (wann ee wëll) un eng kleng Lotterie gebonnen mat flotte Kaddoen; da fänkt een d’Semester dach gläich nach mat besserer Laun un. De Link vun der Ëmfro fannt der op dëse Plazen: ANEIL Homepage (www.aneil.lu) ANEIL Facebook Grupp (www.facebook.com/groups/ANEIL) ANEIL Newsletter via E-Mail An eiser neier LinkedIn Group Bei weidere Froen oder Problemer schreift dem Venant (venant.pirrotte@aneil.lu)


Foto: www.grocha-fotos.com

Foto: https-//upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/c/cf/Epinal_Passerelle.jpg

Journée Saar-Lor-Lux zu Épinal (F) 23-24.10.2015 Wéi all Joer treffen sech d’Ingenieursveräiner aus Lëtzebuerg, der Lorraine an dem Saarland fir gemeinsam ze schaffen, ze networken an ze feieren. Dëst Joer ass fir d’Eischte Kéier en extra Event fir Ingenieursstudenten a jonk Ingenieuren aus der Groussregioun. De Programm Freides 23.10.2015

Samschdes 24.10.2015

Urees mam Bus Visite an der Regioun vun Épinal Owesiessen an Nightlife zu Épinal Iwwernuechtung an engem Hostel Participatioun Journée Saar-Lor-Lux mat Visite, Diskussiounen a Virträg Iessen a flott Gespreicher mat Ingenieuren aus Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg Retour mam Bus

Weider Informatioune komme no iwwer Newsletter, Facebook, LinkedIn Grupp, Homepage. D’Plazen wäerten begrenzt sinn fir all Land, dohier halt iech déi Deeg scho mol fräi am Kalenner fir dass der gläich zousoe kënnt wann d’Invitatioun kënnt! Bei weidere Froen schreift dem Venant (venant.pirrotte@aneil.lu)


Bulli Summer 2015 online  
Bulli Summer 2015 online  
Advertisement