![]()
bulli
Fréijoer 2015
Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
Virwuert
Foto: Eric Gonderinger
Léif Memberen, säit Enn Dezember huet d'ANEIL en neie Comité gewielt, iwwert deen der op den nächste Säite méi gewuer gitt. Wéi der feststelle wäert, setzt sech de Comité och dëst Joer erëm aus enger gudder Mëschung aus neie Gesiichter an erfuerene Comitésmemberen zesummen, déi sech iwwert déi lescht Joer schonn erfollegräich fir d'Interesse vun der ANEIL agesat hunn. Op dëser Plaz well ech awer och nach eng Kéier den ale Comitésmemberen e grousse Merci ausschwätzen an hinne vill Erfolleg op hirem weidere Studiewee oder dem Antrëtt an d'Beruffswelt wënschen. Zesumme mat menger grousser Equipe, wäerte mir probéieren iech iwwert d'Joer en attraktiven an interessanten Programm ze bidden. Vun Ufank un ass de Comité héichmotivéiert an dat neit Joer gestart an huet schonn eng Rei Aktivitéiten organiséiert. An dëser Ausgab vum Bulli fannt dir ënnert anerem de Rapport vun eiser leschter Visite vum vergaangene Joer, wou mir d'Brasserie Nationale op Bascharage besiche waren. Fir de wueltätege Charakter vun der ANEIL mol eng Kéier an de Virdergrond ze stellen, fann dir weiderhin eng kuerz Virstellung vun Engineers Without Borders, enger gemengnetzeger Organisatioun déi
Virwuert
éierenamtlech Ingénieursprojeten a Krisegebitter ausféiert an der mir am vergaangene Joer scho fir d'zweete Kéier en Don gemaach hunn fir si dobäi ze ënnerstëtzen. Nodeems déi geplangte Visite bei der Europäescher Investmentbank (EIB) opgrond vu Personalmangel leider net konnt stattfannen, ware mir Enn Februar als Alternative bei d'Arcelor Mittal op Déifferdeng, wou mir en Abléck an d'Produktioun vu Palplanchen a Poutre kritt hunn. Op Basis vun enger Initiativ aus dem vergaangene Joer, hu mir weiderhin fläisseg um Ausbau am Beräich Studieninformatiounen geschafft, wou mir nieft den traditionelle Rendez-Vous'en och un enger ganzer Rei neien Informatiouns-, Orientéierungsa Beruffsvirstellungsaktivitéiten an de Lycéeen deelgeholl an de Schüler op hir Froe Ried an Äntwert gestanen hunn. Desweidere géif ech awer och dem Sophie e grousse Merci ausschwätze fir säin interessante Rapport iwwert seng Masteraarbecht am Beräich vun der optescher Miessung vum Verformungsverhaalen vu Mauerwierker. E komplett neit Konzept huet d'ANEIL dëst Joer den Ingenieure mat Interesse um Finanz- a Bankesecteur gebueden, andeems d'Spuerkees eis en Abléck an hire Metier ginn a gläichzäiteg Job-Méiglechkeete fir Ingenieuren op hirer Bank virgestallt huet. An dësem Kontext kann ech awer och schonn eis
bulli Fréijoer 2015 l 3
traditionell Table Ronde op Karfreiden, dem 3ten Abrëll 2015 am Forum daVinci ukënnegen, wou mir natierlech frou wiere méiglechst vill Studente kennen ze begréissen. Nieft enger Visite (Moies) an eisem Ingénieurs-Fräibéier(Owes), kritt dir de ganze Metten iwwer d'Méiglechkeet gebueden, de Presentatioune vun enger grousser Auswiel u lëtzebuerger Firmen nozelauschteren an dono a relaxer Atmosphäre mat de Vertrieder a Kontakt ze trieden. Et ass keng Ausnahm, dass hei schonn den een oder anere Student eng Stage- oder deelweis souguer Aarbechtsplaz vermëttelt krut. Also loosst
iech des Geleeënheet op kee Fall entgoen. Mir bleift da just nach iech all nodréiglech en erfollegräicht a glécklecht Joer 2015 ze wënschen an ze hoffen, dass mir vill al a nei Membere bei eisen Aktivitéite begréissen dierfen. Vill Spaass mam Bulli. äre Prési Phons Eric.Gonderinger@aneil.lu
Comité 2015
Foto: Charly Huberty
4 l bulli Fréijoer 2015
Virwuert
Iwwersiicht Virwuert3 Invitatioun op eis Table Ronde Comité 2015 De neie Comité stellt sech vir Fortsetzung vun de Steckbréiwer Memberskaart 2015 Assemblée Générale 2014 Visite vun der Brasserie Nationale Event vun der BCEE fir d‘Wirtschaftsingenieuren Invitatioun op eisen Ingenieursbal Journée de l‘Ingénieur Engineers Without Borders Luxembourg Dem Sophie Hellinghausen seng Masteraarbecht Visite vum ArcelorMittal-Wierk Foire fir interesséiert Ingenieuren Invitatioun op d‘Visite vu Karfreideg
7 8 10 19 20 22 24 28 30 32 34 36 38 44 46
Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Anouk Godelet Redakteren: Eric Gonderinger David Norta Sophie Hellinghausen Venant Pirrotte Guillaume Kayser Michel Reisch Laurent Lemmer Marc Sinner Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover Arcelor Mittal © Bohumil KOSTHORYT www.boshua.lu Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu
De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 460 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.
6 l bulli Fréijoer 2015
Fotoen: Anouk Godelet
Table Ronde 2015 Freides den 3. Abrëll um 14:30 am Forum DaVinci Op Karfreideg fënnt dëst Joer erëm eis traditionell Table Ronde statt. Dës alljährlech Aktivitéit bidd all iech Memberen d’Geleeënheet fir ausgewielte lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. Nodeem all Entreprise sech kuerz virgestallt huet besteet duerno beim Aperitif d’Méiglechkeet an enger entspaanter Atmosphäre mat de Firmevertrieder an d’Gespréich ze kommen a sech beispillsweis iwwer Stage- an Aarbechtsplazen z’informéieren. Hei kritt dir also Informatiounen aus éischter Hand. Loosst iech dës Geleeënheet net entgoen. De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus: 14h30 Rendez-vous 15h00 Présentatiounen 17h30 Réceptioun Umelle kennt dir iech iwwer eise Facebook Event un.
Comité 2015 Eric Gonderinger
Tom Steichen
Oochen Maschinnebau & Wirtschaftswissenschaften
Oochen Bauingenieur
+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03
+352 621 78 62 65 ++49 151 28 30 02 65
Eric.Gonderinger@aneil.lu
Tom.Steichen@aneil.lu
Michel Faltz
Luc Theisen
Oochen Bauingenieur
München Bauingenieur
+352 621 28 66 62 +49 241 46 37 17 754
+352 691 69 47 31 +49 151 64 50 49 78
Michel.Faltz@aneil.lu
Luc.Theisen@aneil.lu
Venant Pirrotte
Dennis Hövelmann
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik
+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76
+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28
Venant.Pirrotte@aneil.lu
Dennis.Hoevelmann@aneil.lu
Michel Sun
Sebastian Schumacher
Kaiserslautern Bauingenieur
Oochen Bauingenieur
+352 691 79 54 75 +49 179 85 91 03 53
+352 661 23 12 14 +49 157 51 57 13 99
Michel.Sun@aneil.lu
Sebastian.Schumacher@aneil.lu
Président
Secrétaire
Responsable Visites & Relations Publiques
Responsable Information
8 l bulli Fréijoer 2015
Vice-Président & Information
Trésorier
Responsable Voyages
Responsable Partenaires
Comité 2015
Anouk Godelet
Valérie Cornu
Frankfurt Architektur
Lëtzebuerg Bauingenieur
+352 691 74 81 92 +49 157 85 53 59 77
+352 691 74 41 39
Anouk.Godelet@aneil.lu
Valerie.Cornu@aneil.lu
Michel Bichler
Michel Reisch
Responsable Partenaires & Publications
Responsbale Table Ronde
Responsable Publications
Responsable Foire
München Bauingenieur
Oochen Maschinnebau
+352 691 61 78 61 +49 152 582 152 84
+352 691 69 08 67 +49 174 437 030 4
Michel.Bichler@aneil.lu
Michel.Reisch@aneil.lu
Luc Lanners
Max Schmitz
Freiburg Embedded Systems Engineering
Zürich Maschinnebau
+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941
+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281
Luc.Lanners@aneil.lu
Max.Schmitz@aneil.lu
Site Internet
Coopté Publications
Charly Huberty
Coopté Photographie
Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik +352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82 Charly.Huberty@aneil.lu
Comité 2015
bulli Fréijoer 2015 l 9
De neie Comité stellt sech vir Eric Gonderinger Gebuertsdatum Uertschaft Charge
10.05.1989 Contern President
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Maschinnebau & Wirtschaftswissenschaften Fahrzeugtechnik & Transport
Wisou d'ANEIL? E gudde Lien tëscht den Ingenieurstudenten an der Aarbechtswelt oprecht erhalen, de Schüler fréizäiteg den Ingenieursberuff méi no bréngen a selbstverständlech flott Eventer fir eis Memberen organiséieren op deenen ee souwuel bekannte Gesiichter begéint wéi och nei Leit kenne léiert a soumat nohalteg Netzwierker entstoe loossen. Virun der ANEIL war ech Och bei villen anere Veräiner engagéiert (AVL, REEL, DT Houwald). Hobbyen Sport (Dëschtennis, Fussball, Beachvolley, Badminton,…), eppes mat Kollegen oder Frëndin ënnerhuelen, Iesse goen, Reesen. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Sonn, Sport, Kollegen, Iessen, Party. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Alleguerten déi schéi Plazen op der Welt gesinn, och wann dat der nawell zimlech vill sinn. ^^ Ech wënsche mir fir dëst Joer Eng gutt Zesummenaarbecht mat sympatheschen a motivéierten Comitésmemberen, mat deene mir vill schéin Eventer, Visite, Soiréeën an natierlech Reesen kennen organiséieren.
Tom Steichen Gebuertsdatum Uertschaft Charge
21.06.1990 Altwies Vize-President
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieurwesen Konstruktiver Ingenieurbau
Wisou d'ANEIL? Nodeems ech iwwert ee Joer an der ANEIL aktiv si weess ech ëmsou méi wat vir eng wichteg Funktioun d'ANEIL vir den Ingenieursstudent duer stellt. Well ech en iwwerzeegten Ingenieursstudent si wëll ech meng Erfahrungen e weidert Joer un déi Leit weidervermëttelen déi déi selwecht Interessen hu wei ech. Duerch meng Präsenz an der ANEIL, *(1) voir Säit 19 Virun der ANEIL war ech Och schonn an anere Veräiner aktiv. Ech dierf och voll Houfer behaapten dass ech säit iwwer 16 Joer engagéierte Scout am Grupp Saint Martin zu Duelem sinn. Hobbyen ANEIL, am Familljebetrib schaffen, Handwierklech Aarbechten déi eppes mat Holz, Beton oder Stol ze dinn hunn, Scouten, Bëschaarbecht, Vëlo fueren. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Bei sonnegem Wierder opstoen ouni un d‘Uni mussen ze denken, engem flott gefëllten Alldag um Bauerenhaff, guddem Iessen an Owes mat Kollegen erausgoe. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Mat mengen Elteren mol richteg gutt an d‘Vakanz fueren an des zesumme genéissen. Ech wënsche mir fir dëst Joer En erfollegräiche Masterofschloss, eng gutt Gesondheet vir meng Famill, Frënn a mech, *(2) voir Säit 19
10 l bulli Fréijoer 2015
De Comité stellt sech vir
Call for Candidates to Paul Wurth Award 2015
Enter the competition! For the second time, Paul Wurth S.A. will organise in 2015 the Paul Wurth Award in recognition of outstanding Master Theses that contribute to the scientific advancement of energy-related and environmental issues. A jury of experts will evaluate the candidates’ works and the best theses will be rewarded with a money prize. You are studying or have recently completed your studies in the field of Engineering or Sciences; You complete your Master studies between 1 August 2014 and 31 July 2015; You fulfil the criteria of the “Ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche” for attribution of student grants. Please consult our website award.paulwurth.com for further instructions and online application.
Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251
career@paulwurth.com www.paulwurth.com
Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, South Africa, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam
visit us on facebook
Michel Faltz Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.11.1991 Warken Secrétaire
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieurwesen Konstruktiver Ingenieurbau
Wisou d'ANEIL? D'ANEIL, well se eng Bréck zwëschent Schüler, Studenten an dem Beruffsliewe bild. D'Studente mat der ANEIL vertraut maachen an zu enger reibungsloser Organisatioun vun Evenementer a Visite bäidroen.
Virun der ANEIL war ech Member a verschiddene Veräiner wei BBC Etzella, ANEIL, AVL, CELB. Hobbyen Basketball, Gym, Skate, Kollegen, Reesen, Zäit an der Natur verbréngen. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Am Summer mat de Kollegen um Stauséi leien, Owes grillen. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier En Interrail maachen, well et och an Europa nach vill schéi Platzen ze kucke ginn ;) Ech wënsche mir fir dëst Joer Eng gutt Zesummenaarbecht an der ANEIL, Erfolleg am Studium an eng gutt Gesondheet fir meng Famill, Kollegen a mech selwer :P
Luc Theisen Gebuertsdatum Uertschaft Charge
03.10.1988 Esch-Uelzecht Trésorier
Uni-Stad Studium Verdéiwung
München Bauingenieurwesen Bauprozessmanagement & Immobilienentwicklung
Wisou d'ANEIL? Konstant Weiderentwécklung vu mengem „Studenten Veräins Werdegang“ . Den Ingenieursstudium gutt vermaarten.
Virun der ANEIL war ech 2 Joer am LSM aktiv an am REEL‘s Comité. Hobbyen Sport/Reesen. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Gutt ausschlofen a gutt iessen. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier E Fliger fléien. Ech wënsche mir fir dëst Joer Mäi Studium erfollegräich ofzeschléissen.
12 l bulli Fréijoer 2015
De Comité stellt sech vir
Venant Pirrotte Gebuertsdatum Uertschaft Charge
19.04.1988 Crauthem Visites & Relations Publiques
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Produktiounstechnik
Wisou d'ANEIL? No sou laanger Zäit kann ee sech e Liewen ouni ANEIL net méi virstellen. Mäin Engagement soll am beschte Fall dofir suergen, dass et an Zukunft méi Ingenieursstudente ginn an dass déi aktuell Studenten gutt Stagen/Plaze fannen, eng staark gemeinsam Stëmm hunn an ënnert sech Netzwierker a Frëndschafte schléisse kënnen.
Virun der ANEIL war ech Zwar och schonn e Veräinsmënsch, awer nach net sou engagéiert. Hobbyen Krafttraining, Fluchsimulatioun, Reesen, Auto a Motorad, Schéisssport, Golf, Kachen . Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Gutt Wierder, vill gutt Frënn ëm mech, gutt Iessen a gutt Gedrénks, gutt Musek a gutt Laun. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Selwer e Fliger steieren a kucken, ob e Piloteschäin eppes fir mech ass. Ech wënsche mir fir dëst Joer Eng gutt Gesondheet, vill Motivatioun a vill schéi Momenter mat Leit déi (m)ech gär hunn.
Dennis Hövelmann Gebuertsdatum Uertschaft Charge
23.04.1990 Stadtbredimus Rees
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Umwelt- und Verfahrenstechnik
Wisou d'ANEIL? Ech hunn nach ëmmer gaer a Veräiner geschafft a fanne Visite an de Kontakt zu den Entreprisen immens wichteg an interessant. Duerfir well ech d‘Organisatioun heivunner ënnerstëtzen an och bei allen aneren Aufgaben an Zieler vun der ANEIL hëllefen. Ausserdeem hunn ech Ingenieursblutt an et vergeet keen Daach, wou ech mech net mat iergendenger technescher Fro beschäftegen a probéieren eng Léisung ze fannen*(3) voir Säit 19 Virun der ANEIL war ech A sinn ech och nach deelweis am Comité vum: LSK, Organisatiounscomité vum Picadilly, CdJ GreiweldéngStadbriedemes, Centenairs Comité vun der Greiweldénger Musek . *(4) voir Säit 19 Hobbyen Musek lauschteren/maachen, Sport (Joggen, Ski, Fussball), Wellness, Heimwerken, Wënzer, Zäit mat Kollege verbréngen, Zäit an der Natur verbréngen, Reesen, Party. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? News checken, eventuell schaffe goen, gutt Iessen, e bësse Sport an Owes nach eng kleng Recherche maachen an iwwert den Daach diskutéieren. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier E Sportfliger- an en Tauchschein maachen, ausserdeem en längeren Campertripp duerch Norwegen. Ech wënsche mir fir dëst Joer Erfolleg am Studium an eng gutt Gesondheet souwéi vill Spaass fir meng Kollegen, meng Famill a mech.
De Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2015 l 13
Michel Sun Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.05.1992 Schifflange Studieninformatioun
Uni-Stad Kaiserslautern Studium Bauingenieurwesen Verdéiwung Infrastruktur
Wisou d'ANEIL? Aus Interessi eppes neies ze probéieren, sech z'engagéieren an sech enger neier Erausfuerderung stellen. Ech hat als Member vun der ANEIL un e puer flotten Aktivitéiten deelgeholl, a géing elo gären hëllefen déi mat z'organiséieren. Vu dass ech d'Funktioun vun der Studieninformatioun hunn, géing ech gär déi zukünfteg Studenten iwwert den Ingenieursstudium informéieren. *(5) voir Säit 19 Virun der ANEIL war ech LSK-Comité Member, Lucius-Divers. Hobbyen Iessen, Kachen, Sport, Breakdance, Reesen, als Animateur mat a Kolonien goen. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Gutt ausgeschlof, gutt Wieder, mat vill „Loscht“ an d‘Virliesung goen ;) Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Eng Weltrees maachen. Ech wënsche mir fir dëst Joer Weiderhinn gesond ze bleiwen, vill Spaass hunn a weider flott Aktivitéiten mat erliewen.
Sebastian Schumacher Gebuertsdatum Uertschaft Charge
03.05.1990 Waldbëlleg Partenariat
Uni-Stad Oochen Studium Bauingenieurwesen Verdéiwung Wasserwirtschaft
Wisou d'ANEIL? Sech méi mat dem Ingenieur-Studium an der Verbindung zur Beruffs-Welt auserneenzesetzen. An dat och anere Studente weider vermëttelen.
Virun der ANEIL war ech AVL a REEL‘s Comité zu Oochen. Hobbyen (Beach)Volleyball, Fussball, Basketball, mat Kollegen ënnerwee sinn, Musek lauschteren. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Ech sti Moies op, d‘Sonn schéngt an ech ka mat menge Kollege beache goe bis et donkel gëtt :) Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Ee Roadtrip duerch Kalifornien maachen. Ech wënsche mir fir dëst Joer Vill schéi Momenter mat menge Frënn a Kollegen a vill Freet am Sport.
14 l bulli Fréijoer 2015
De Comité stellt sech vir
Bâtiment ELISE à Leudelange – réalisé par CDCL en tant qu’entreprise générale de construction www.cdclux.com
Anouk Godelet Gebuertsdatum Uertschaft Charge
19.04.1990 Uni-Stad Garnech Studium Partenariat& Publikatioun Verdéiwung
Frankfurt Architektur Energieeffizientes Bauen
Wisou d'ANEIL? Nodeems ech d'lëscht Joer fir d'Publikatioun responsabel war, wollt ech des Charge weiderhi bäibehalen a mech zousätzlech am Partenariat engagéieren; mat dem Ziel e verbesserten Echange tëscht den Ingenieursstudenten an den Entreprisen ze erreechen. E weidere wichtege Punkt, ass de Schüler Informatiounen aus éischter Hand iwwert de Studium ze ginn a si sou fréizäiteg iwwert den Ingeneieursberuff ze sensibiliséieren.*(6) voir Säit 19 Virun der ANEIL war ech Och nach am LSRM, FH Studentenvertretung, Wasserwacht Frankfurt, Eintracht Triathlon Frankfurt, SNJ aktiv. Hobbyen Schwammen, Lafen, Klammen, Reesen, Fotografie. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Virun allem entspaant...ausschlofen, brunchen, am Séi schwammen an den Daach do mat Kollegen ausklénge loossen. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Eng Weltrees maachen. Haaptsächlech d‘Kontinenter Asien, Australien an Nordamerika besser kenne leieren. Ech wënsche mir fir dëst Joer Gesond ze bleiwen, Erfolleg am Studium a Sport, vill flott Momenter mat Famill, Frënn an der ANEIL :)
Valérie Cornu Gebuertsdatum Uertschaft Charge
01. 11.1990 Steesel Publikatioun
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Lëtzebuerg Bauingenieurwesen Konstruktiver Hochbau
Wisou d'ANEIL? Als alleréischt wollt ech d‘Fraequote am Comité hiewen an dem Anouk domadder weiblech Ënnerstëtzung ginn. Ech si säit 2 Joer aktive Member bei der Aneil a war bei ville Visiten a Reesen dobäi. Well dëst mir ëmmer Spaass gemaach huet, déi aner Memberen erëmzegesinn a gläichzäiteg flott Saachen z‘ënnerhuelen, wollt ech mech un der Administratioun bedeelegen. *(7) voir Säit 19 Virun der ANEIL war ech Vertrieder an der Ëmweltkommissioun vu menger Gemeng, am Fairtrade Grupp an am Fitness aktiv Hobbyen Fitness, Schwammen, Moto fueren, mat Kollegen eppes ënnerhuelen, ... Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? E bësse vun allem eppes maachen, an als gudden Ofschloss ee gutt Glas Wäin :) Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Skydiving maachen. Ech wënsche mir fir dëst Joer Net ze vill virhuelen, well et kennt ëmmer anescht wei een denkt.
16 l bulli Fréijoer 2015
De Comité stellt sech vir
Michel Bichler Gebuertsdatum Uertschaft Charge
13.05.1991 Ellange Table Ronde
Uni-Stad Studium Verdéiwung
München Bauingenieurwesen Konstruktiver Hochbau
Wisou d'ANEIL? D'Münchener Ingenieursstudente vertrieden; an engem Comité matschaffen, dee sech méi matt der spéiderer Aarbechtswelt beschäftegt.
Virun der ANEIL war ech Vize-President REEL 2014, LSM President 2013-2014 . Hobbyen Sport (Fussball, Vëlo), Frënn. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Opstoen ouni Wecker, bloen Himmel, gefëllte Frigo, ënnert Leit sinn, ofwiesslungsräichen Dagesprogramm . Ech wollt nach ëmmer eng Kéier München - Lëtzebuerg mam Vëlo maachen. Ech wënsche mir fir dëst Joer Säit laangem mol nees eng Kéier richteg vun der Summervakanz profitéieren.
Michel Reisch Gebuertsdatum Uertschaft Charge
08.02.1990 Ollem Foire de l’étudiant
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Maschinnebau Produktiounstechnik
Wisou d'ANEIL? Méi Leit fir den Ingenieursberuff ze begeeschteren an deene Leit déi sech fir dëse Studiegang entscheed hunn en Abléck an hiert spéidert Beruffsliewen erméiglechen.
Virun der ANEIL war ech Och schonn ëmmer en Veräinsmensch. Hobbyen Lafen, Basket, Vëlo an alles wat mat Fligeren ze dinn huet. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Nëmmen dat ze maachen op wat ee Loscht huet an et muss natierlech gutt Wieder sinn. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier De Piloteschäin maache. Ech wënsche mir fir dëst Joer Bachelor ofzeschléissen, méi Zäit fir Famill, Frënn a Sport huelen an eng gutt Zesummenaarbecht mam Comité vun der Aneil.
De Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2015 l 17
Luc Lanners Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.03.1990 Lëtzebuerg Webmaster
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Freiburg Embedded Systems Engineering Circuits and Systems & Robotics and Computer Vision & Computer Security
Wisou d'ANEIL? Fir engersäits de Schüler a Studente d'Méiglechkeet ze bidden éischte Kontakt mat der Industrie ze kréien an anerersäits Leit aus de verschiddenen Ingenieursberäicher kennenzeléiren.
Virun der ANEIL war ech Ee Joer zu Freiburg am Comité an zevill vu Geeschtewëssenschaftler ëmzéngelt. Hobbyen Bal all Sportaarten an natierlech am Keller freaken. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Mat Zäiten um Beachfeld stoen an dat Ganzt mat enger Ronn Grillen ofschléissen. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Aus dem Fliger sprangen... also Fallschiermsprange wuel verstanen ;) Ech wënsche mir fir dëst Joer Ee läscht a lëschtegt Studiejoer.
Max Schmitz Gebuertsdatum Uertschaft Charge
24.08.1988 Lëtzebuerg Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Zürich Maschinnebau (Doktorat) Concentrated Photovoltaics, Solar Optics
Wisou d'ANEIL? Et ass wichteg de Schüler Informatiounen aus éischter Hand iwwer de Studium kënnen ze ginn, geneesou wéi d‘Studenten der Aarbechtswelt méi no ze bréngen. Dëse Prozess ze probéieren ze verbessere mécht mer ëmmer nach grousse Spaass.
Virun der ANEIL war ech Hobbyen Schwammen, CrossFit, Schi fueren. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Ech wënsche mir fir dëst Joer
18 l bulli Fréijoer 2015
De Comité stellt sech vir
Charly Huberty Gebuertsdatum Uertschaft Charge
09.09.1990 Kierchbierg Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Wirtschaftsingenieur Elektresch Energietechnik
Wisou d'ANEIL? Well ech oft genuch un Aktivitéiten deelgeholl hunn an elo hëllefe well bei der Organisatioun vun deem ganzen.
Virun der ANEIL war ech Am REEL's Comité zu Oochen. Hobbyen Fotografie. Wéi gesäit däi perfekten Dag aus? Schéint Wieder a vill schéi Fotoen um Enn vum Dach. Ech wollt nach ëmmer eng Kéier Eng Rees queesch duerch duerch Amerika maachen. Ech wënsche mir fir dëst Joer E gudden Zesummenhalt am Comité.
Fortsetzung vun de Steckbréiwer *(1) Tom hoffen ech ëmsou méi de Schüler an och menge Matmënschen d’Villfalt vum Ingenieursberuff kennen ze weisen an ze erklären. Villäicht begeeschteren an iwwerzeegen ech jo och deen een oder aneren vun dëser flotter Beruffsrichtung. *(2) Tom sou wéi eng gutt Zesummenaarbecht a vill Erfolleg mat menge Kollegen aus der ANEIL. *(3) Dennis an ech hunn och keng zwou lénker Hänn :) *(4) Dennis ech sinn och zënter 10 Joer aktive Pompjee an zënter 2010 Member an der ANEIL. *(5) Michel Sun Weiderhin d‘Schüler fir den Ingenieursberäich motivéieren a si sou op de richtege Wee bréngen. *(6) Anouk Mäi Posten am Comité bitt mir gläichzäiteg d'Méiglechkeet nei Leit kennenzeléiren, ëmmer nei Erausfuerderungen ze hunn a sou zu interessante Kenntnisser ze kommen. *(7) Valérie De Beruff Bauingenieur de weibleche Studente schmackhaft ze maachen ass mir wichteg an allgemeng den zukënftege Studenten ze weisen, dass een och zu Lëtzebuerg en interessant a flott Bauingenieurstudium absolvéiere kann.
De Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2015 l 19
Memberskaart 2015
Joer
Unistad
MEMBERSKAART
Numm Studierichtung
www.aneil.lu
Adress (Lux) E-Mail Ech sinn averstan dass meng Donnéeën un Drëtter kënne weidergi ginn. Photographesch Duerstellunge vu mir dierfe vun der ANEIL fir Publikatioune benotzt ginn.
Ënnerschrëft
Joer Numm Cotisatioun
€
actif
donateur
Fir de Comité
Fir déi ënnert iech déi nach keng Memberskaart 2015 hunn. Dir kennt d‘Memberskaart entweder beim Comité kafen oder eis d‘Cotisatioun vu 5 Euro op den ANEIL Kont iwwerweisen.
Kont IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 BIC/Swift BCEELULL Vermierk „Däin Numm - Cotisatioun 2015“ D‘ANEIL hofft iech och dëst Joer weiderhin als Member dobäi ze hunn.
20 l bulli Fréijoer 2015
Memberskaart 2015
Le futur se construit aujourd’hui.
Airport Energy à Luxembourg-Findel
Installation électrique étudiée pour le Campus scolaire de Mersch
a+p kieffer omnitec assure la construction et la maintenance d’équipements techniques et énergétiques pour les bâtiments du secteur tertiaire et de l’industrie. Son savoir-faire s’étend à l’ensemble des métiers du bâtiment. Active dans l’exploitation des installations électriques depuis plus de vingt ans, a+p kieffer omnitec s’est développée pour proposer des rénovations et des équipements électriques complets.
Cogénération et chauffage urbain • Traitement des eaux • Réfrigération • Vapeur • Détection et extinction d’incendie • Sanitaire Chauffage • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Automatisation, régulation et surveillance
7-9 rue Guillaume Kroll - Cloche d’Or • L-1882 Luxembourg • Tél. : 47 48 48-1 • www.apko.lu
Assemblée Générale 2014 27.12.2014 | Forum Da Vinci
Fotoen: Charly Huberty
Eis AG de 27. Dezember am Forum Da Vinci huet och 2014 rëm vill Memberen ugezunn. Nodeems mer Moies virun der Visite an der Brasserie Nationale vum Schnéi iwwerrascht goufen (e puer Memberen haten et mol net op Nidderkäerjeng gepackt), waren d’Stroossen Owes rëm däitlech besser drun. Virun der Entlaaschtung vum Trésorier an der Wahl vum Comité fir d‘Joer 2015 huet den Aktivitéitsbericht vum Joer 2014 gewisen, dass de Comité ee gutt gefëllte Programm op d‘Bee gestallt hat: d‘Visite bei DuPont, der Post, dem Fonds de Kirchberg, dem Konferenz Zenter um Kierchbierg, dem Chantier vum neie Siège vun RTL an der Brasserie Nationale hunn vill interesséiert Memberen ugezunn. D‘traditionell Rees hate mir 2014 op Frankfurt am Main gemaach, wou mer d‘Bourse, den Architektur Musée an de Fluchhafe besiche waren. Finanziell geet et dem Veräin dank de ville Partner aus Industrie a Wirtschaft nach ëmmer ganz gutt. Eng vun eise wichtegsten Aufgaben war och 2014, de Schüler den Ingenieursstudium méi no ze bréngen. Dat ass och gutt gelongen dank enger Réi Presentatiounen a Lycéeën an der Foire de l‘étudiant, wou d’ANEIL mat engem Stand present war. Fir d’Kommunikatioun tëscht de Studenten an
22 l bulli Fréijoer 2015
den Entreprisen ze förderen, huet d‘ANEIL och rëm op hier traditionell Table Ronde agelueden, déi och rëm e grousse Succès war. D‘ANEIL hat och d‘Chance, der Fondation Enovos bei der Iwwerreechung vum Prix d‘excellence ze assistéieren, dëst schonn fir déi drëtte Kéier. Dëse Präis gëtt mat 2500€ belount a gëtt fir déi bescht Ofschlossaarbechten an engem Ingenieursstudium iwwerginn. Déi nächst Editioun steet an de Startlächer, dohier – déi Leit déi lo grad hire Studium ofschléissen, haalt d‘Aen op! No der Wahl vum Comité fir 2015 an der Accordéierung vun engem Don un Ingénieurs sans frontières Lëtzebuerg huet d‘ANEIL dunn op den traditionelle Patt an der Bar vum Forum Da Vinci invitéiert. Hei ass et du nach laang a witzeg weidergaang, bis mir de Comptoir zougemaach hunn fir zesummen op de Bréisseler Bal ze goen, deen dëst Joer jo schonn en Dag éischter war – praktesch fir eis! Auteur: Venant Pirrotte
Assemblée Générale 2014
Fotoen: Anouk Godelet, Charly Huberty
Assemblée Générale 2014
bulli Fréijoer 2015 l 23
Visite vun der Brasserie Nationale 27.12.2014 | Käerjeng
Fotoen: Anouk Godelet
Urees no Methode Venant A weiser Viraussiicht virum prakteschem Deel huet de Venant eise Membere recommandéiert, mam ëffentlechen Transport unzereesen. Leider war d‘Rechnung ouni de Péitrus gemaach ginn, deen d‘Land op dësem 27. Dezember matt enger décker Couche Schnéi bedeckt huet. D‘Urees op Käerjeng war fir verschidde Leit dowéinst matt e puer Retarde verbonnen. Gemäss der ANEIL-Traditioun, hu mir dofir d‘Éier de Rapport ze schreiwen. De Prozess vun der Béierproduktioun Direkt am Agang stinn och scho véier Cuven wou verschidde Prozesser vun der Fabrikatioun vum flëssege Gold stattfannen. Fir d‘éischt gi Malz (malt) a Waasser gemëscht an erhëtzt, dobäi gëtt d‘Stärke (amidon) an Zocker transforméiert. An der zweeter Cuve gëtt de Gemësch eng éischt Kéier gefiltert, ier en an der nächster Cuve, engem sougenannte “Whirlpool”, mam Happ (houblon) geréiert gëtt. Zur Anekdot: et dierfe just di weiblech Happbléien an der Produktioun benotzt ginn, déi männlech sinn ze batter. Schliisslech gëtt an der véierter Cuve den zukünftege Béier an engem dënne Flëssegkeetsfilm iwwert en erhëtzte Cône aus Metall lafe gelooss fir en ze kachen. Dëse Virgang ass weltwäit fir d‘éischt hei an der Brauerei benotzt ginn an erlaabt et
24 l bulli Fréijoer 2015
Energie ze spueren. Iwwerhaapt ass d‘Brauerei schonn immens wäit a Saachen Ëmwelt: de Waasserverbrauch pro Liter Béier (iwwert déi ganz Produktioun inklusiv Wäschen a Spullen vun den Tanken) ass zum Beispill vun 12 op 4 Liter erofgaang. D‘Hëtzt, déi am Prozess entsteet, gëtt iwwer en Echangeur zeréckgewonnen an nees agesat, wat den Energieverbrauch erofdréckt. Den nächste Produktiounsschrëtt ass dann och d‘Ofkillen an d‘Additioun vu Loft an Hief (levure), éier et Richtung Gärungsbehälter geet, wou de zukünftege Béier 27 Deeg laang bei -0,5°C gärt. Heibäi gëtt den natierlechen Zocker an Alkohol an CO2 ëmgesat. Duerno kënnt nach d‘Filterung an de Béier ass prett fir an d‘Fläschen oder d‘Fässer ofgefëllt ze ginn. Ongefilterte Béier, deen 2-3 Deeg virum Enn vun der Gärung aus dem Tank kënnt, gëtt als “gezwickelten” Béier bezeechent. Zuelen, Daten, Fakten Ee Liter Bofferdéngsbéier besteet aus 170 g Malz, 2 g Happ, 5 g Hief an 1,1 Liter Waasser. Dowéinst war dat alleréischt, wat mer bei dëser Visite ze schmaache kruten, och Waasser aus der eegener Quell. Dëst Waasser gëtt a ronn 300 m Déift gefaasst an ass qualitativ immens gutt, matt extrem wéineg Nitrater.
Visite vun der Brasserie Nationale
Fotoen: Anouk Godelet
D‘Tanken, wou de Béier fir d‘Gärung gelagert gëtt, faasse je 145.000 Liter a weien je 150 Tonnen. An engem Tank ass also genuch fir jiddwer Awunner vum Land e Glas Béier an de Grapp ze drécken.
waren de Bofferding, de Battin Gambrinus, d‘Battin Blanche, d’Battin Fruitée an de Battin Extra. Mir konnten eis heibäi vun der exzellenter Qualitéit vun der gesamter Produktpalette iwwerzeegen.
D‘Offëllanlag huet eng Kapazitéit vu 27.000 Fläsche pro Stonn souwéi 150 Fässer vu je 50 Liter pro Stonn. D‘Anlag leeft bis zu 10 Stonnen den Dag véier Deeg an der Woch.
Fir dës schéi Visite an enger vun de modernsten an ëmweltfrëndlechsten Brauereien vun Europa soe mir der Brasserie Nationale an eiser Guide der Madame Odette Bermer nach eng Kéier häerzlech Merci.
75% vun der Produktioun ginn hei am Land verkaaft, de Rescht geet an den Export Richtung Belsch, Frankräich, a souguer a méi klenge Quantitéiten a China. Heifir existéieren extra Etiquette matt chinesescher Schrëft.
Eis zwee bleift elo just nach jidderengem Prost ze wënschen. An denkt un d‘Moral vum Dag: Bofferding zielt op eis. Auteuren: Guillaume Kayser, Marc Sinner
D‘Brasserie Nationale investéiert konstant an d‘Erneierung vum techneschen Equipement fir um héchste Standard ze bleiwen. Fir datt sech dës Efforte lounen, zielt d‘Brauerei och an Zukunft op hir Clienten, dorënner natierlech och d‘Studenten! De prakteschen Deel Nom Tour duerch d‘Brauerei matt den theoreteschen Erklärungen koum dunn de laang erwaarten prakteschen Deel. Mir kruten eng Degustatioun vu 5 verschiddenen Zorte Béier ze schmaachen. Dobäi
Visite vun der Brasserie Nationale
Foto: Anouk Godelet
bulli Fréijoer 2015 l 25
Fotoen: Anouk Godelet, Brasserie Nationale
26 l bulli FrĂŠijoer 2015
Visite vun der Brasserie Nationale
Event vun der Spuerkeess fir d‘Wirtschaftsingenieuren 05.01.2015 | Spuerkees Rousegärtchen
Fotoen: Venant Pirrotte
De 5 Januar hat d’Spuerkeess eng Partie Studenten op e gutt Mëttegiessen agelueden, fir hinnen ze weisen, wat fir Beruffer an Aufgaben et bei enger Bank ginn. Besonnesch dorunner war, dass souwuel d’Bank wéi och d’Studenten hei gréisstendeels Neiland erfuerscht hunn, et ass nämlech dorëms gaang, de Wirtschaftsingenieur an d’Bank ze kréien (an d’Bank op de Wirtschaftsingenieur ze bréngen). Wirtschaftsingenieurswiesen ass e verhältnisméisseg jonke Studiegang, deen an den däitschsproochege Länner meeschtens aus 50% Economie a 50% Ingenieurswiesen besteet. Wéi eng „Zort“ Ingenieurswiesen do dobäi kënnt, kann een sech fräi wielen, vum Klassiker Maschinnebau iwwer Verfahrenstechnik bis zu Elektrotechnik ass eigentlech alles méiglech, wann och net all Uni alles ubidde kann. An de francophone Länner ass den „ingénieur commercial“ meeschtens Economie gekoppelt mat allgemengem Ingenieurswiesen, woubäi et och nach vill aner Variante ginn. En Ingenieur an enger Bank – kléngt komesch, ass awer scho laang Realitéit. Vum theoretesche Standpunkt sinn all Naturwëssenschaftler interessant fir de Finanzsecteur, schliisslech gesinn Zuelen, Differentialgläichungen an Équatiounen
28 l bulli Fréijoer 2015
iwwerall d’selwecht aus. Mee och vum prakteschen an techneschen besteet e Bedarf un Ingenieuren; ugefaang bei Informatiker a Mathematiker, déi gebraucht gi fir déi komplex Strukturen hannert z.B. Prêten oder komplexen Derivater ze entwéckelen, bis hin zu puren Techniker wéi z.B. Elektrotechniker oder Bauingenieuren, déi sech ëm d’Systemer vun der Bank këmmere mussen – vum moderne Computer fir High Frequency Trading bis zum klasseschen Tresor, gëtt et hei vill z‘ënnerhalen an z‘optiméieren. Den Ufank vun eisem „Lunch Meeting“ huet de Laurent Derkum vum HR gemaach, fir eis en Iwwerbléck iwwert d‘BCEE als Employeur, hier Eegenheeten wéi z.B. dass de Staat 100%egen Actionnaire ass, an hier Démarchen fir Bewerbungen an Astellung ze ginn. D’Spuerkeess bitt eng grouss Sécherheet wat d’Aarbechtsplaz betrëfft. Et huet een zwar net déi international Mobilitéit wéi bei aneren Haiser, mä anscheinend huet een dofir nach e Liewen wann een do schafft...dat hunn eis déi anwesend Bänker an dem Laurent säi Kolleg aus dem HR, den Amadeo Travanca, all sou bestätegt. Nom Apéro ass et dunn un den Dësch gaang, an et war un eis, fir de Leit vun der Spuerkeess eppes ze
Event vun der Spuerkeess fir d‘Wirtschaftsingenieuren
erzielen. Et gouf groussen Interessi dorunner, wéi eise Studiegang ausgesäit a wéi mir eigentlech eng Bank gesinn. Interessanterweis gouf et och e puer onerwaarten Iwwerschneidungen vun eise CV‘en – och wann déi meescht vun eise Gastgeber EEconomie studéiert haten, waren der dach e puer dobäi, déi bei eise bekannte lëtzebuergeschen Industriepartner Stagen gemaach oder souguer hier Carrière ugefaang hunn.
Smartphone an Tablet Apps vun der BCEE oder och d‘Technik a best practice an de Filialen genannt. Am allgemengen war dëse Beräich fir eis immens iwwerraschend an interessant, well aner Firmen sou Saachen eigentlech quasi ëmmer outsourcen. Bei der Spuerkeess mëscht et awer scho Sënn dat am Haus ze behalen krute mer gesot, alleng scho well de Kontakt tëscht den eenzelnen Departementer sou gutt wier, dass d‘Kommunikatioun an Zesummenaarbecht meeschtens ganz form-a problemlos ka geschéien.
Fotoen: Venant Pirrotte, BCEE
Iwwert dem Iessen krute mer vill Virstellungen vu verschiddenen Departementer vun der Bank gehal, ugefaang mam Robert Schlim an Humberto Rodrigues vum Back Office fir Kreditter. Si hunn eis erkläert, wéi am allgemengen e Kredit vergi gëtt, wéi d‘Evaluatioun vun den eegenen Offere geschitt a wou do Ingenieuren gutt erapassen – z.B. beim Risk Assassment oder der Bewäertung vu materielle Sécherheetsleeschtungen aus dem Industriesecteur. De Sven Conter huet eis an d‘Thematik vun der Salle des marchés ageféiert – dem Trading Room. Heirënner soll ee sech näischt wéi a “Wolf of Wall Street” virstellen, (e Film dee menger Meenung no zimlech realistesch ass, ass z.B. “Margin Call”), an trotzdem ginn do vill Sue beweegt. De Sven gesäit do beim Ingenieur haaptsächlech de Virdeel, eng rationell Approche zu Zuelen a keng Angscht viru méi komplexen Zesummenhäng ze hunn. Den Ofschloss huet de Luc Sinner gemaach, deen eis vum Departement ORG (Organisatioun) erzielt huet. Dëse Beräich ass deelweis mat enger Inhouse Consulting ze vergläichen, an deelweis mat engem Departement iwwergräifende Project Management. Als Beispiller goufen z.B. den Online Banking,
Event vun der Spuerkeess fir d‘Wirtschaftsingenieuren
Nodeems mer eist gutt Iessen aus dem Royal am Bauch haten an och eise klenge Cadeau vun der Spuerkeess agepaakt haten, ass et scho rëm Zäit ginn ze goen – eis Gastgeber hu jo och nach eppes misse schaffe Mëttes. Mir haten duerno awer nach a klenge Gruppe Gespréich mateneen wou ee wierklech gemierkt huet, dass souwuel d‘Bänker wéi och d‘Studenten eng interessant Bekanntschaft gemaach haten. Ech perséinlech well op dëser Plaz dem Laurent Derkum (deen iwwregens e fréieren ACELs Prési ass) Merci soen, dass hien op der REEL zu München op den Tom Hermes a mech duerkomm ass, fir dës flott Rencontre ze proposéieren. E grousse Merci dann och un den Amadeo Travanca an den Tom Hermes, déi mat gehollef hunn. Ech denken, dass mir deen Dag e puer interessant Dieren opgemaach hunn a freeë mech schonn, och an Zukunft d‘Ingenieursstudenten an d‘Spuerkeess (an aner interesséiert Entreprisen) och am klenge Kader zesummenzebréngen. Auteur: Venant Pirrotte
bulli Fréijoer 2015 l 29
Fotoen: Myriam Olinger
Ingenieursbal Freides den 3. Abrëll um 21 Auer am Liquid Wéi all Karfreiden invitéiere mir och dëst Joer op eisen Ingenieursbal. No eiser Visite Moies, dem Mëttegiessen an der Table Ronde Mëttes, schléisse mir den Daach Owes mat engem Fräibéier fir all eis Memberen of. An enger geselleger a gemittlecher Atmosphäre kenn dir d’Säit vum Studenteliewe genéissen. Eise Bal fënnt am Liquid am Gronn statt. All Member vun der ANEIL kritt op dësem Owend Fräibéier an natierlech och Softdrinks op de Veräin. Lass geet et um 21:00. Umelle kennt dir iech iwwer eise Facebook Event.
Journée de l‘Ingénieur 23.01.2015 | Chambre de Commerce
Fotoen: Carlo Hommel
Zenter Joeren invitéiert d‘ALI, all d‘lëtzebuerger Ingenieuren, Architekten, Wëssenschaftler a Politiker op hier Journée de l‘Ingénieur an der Chambre de Commerce um Kierchbierg. D‘ALI lued all Joer wichteg Persounen aus der lëtzebuerger Wirtschaft an, fir virun engem grousse Public iwwert wichteg Themen ze diskutéieren an z‘informéieren. D‘Haaptthema vun der 56er Editioun war eng noutwendeg verbessert Verankerung tëscht der Uni am wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Liewe vu Lëtzebuerg. Och dëst Joer war d‘ANEIL mat sengem Comité a senge Membere gutt vertrueden. Ugefang huet dësen Event mat enger Begréissungsried vum President vun der Chambre de Commerce, dem Här Carlo Thelen. Hien huet ënnerstrach, dass et eisem Land un Ingenieure feelt an, dass d‘Konkurrenz- an Innovatiounsfäegkeet vun engem Land mat der Fuerderung vum Ingenieurberuff verbonnen ass. A China ginn all Joer e puer honnertdausend Ingenieuren ausgebilt wat et Europa schwéier mécht sech géint déi weltwäit Konkurrenz behaapten ze kennen.
wirtschaftlecher an industrieller Entwécklung vun engem Land higewisen huet. D‘Ingenieure sinn duerch hier Aarbecht un innovative Léisunge mat verantwortlech, dass d‘Wirtschaft vun engem Land am internationalen Wettbewerb mathale kann. Des Weideren huet den Här Elsen widderholl, dass zu Lëtzebuerg an och a ganz Europa d‘Nofro no Ingenieure staark an d‘Luucht geet an dass et der ALI wichteg ass, di Jonk fir den Ingenieurberuff ze begeeschteren an hinnen d‘Potenzialer vun der lëtzebuerger Industrie an Entreprisen ze weisen. Aus dem Grond engagéiert sech d‘ALI fir 2015 Moduler fir d‘Fuerderung vun de Wëssenschaften an der Grondschoul anzeféieren. De 15. Mee gëtt zur „Journée mondiale de l’ingénierie“ opgeruff fir d‘Ëffentlechkeet iwwert déi berufflech Méiglechkeeten an der neier Technologie z‘informéieren. D‘ALI well de Kontakt zu de Jonke sichen, dofir war et net vun ongeféier dass e Vertrieder vun der Uni Lëtzebuerg, hiren neien Direkter, de Professer Dr. Rainer Klump, op des Journée de l’Ingénieur invitéiert gouf an un deen dunn d‘Wuert och weidergi ginn ass.
Dëse Gedanke gouf och vum President vun der ALI, dem Här Yves Elsen gedeelt, deen un d‘Wichtegkeet vun den Ingenieuren an der
De neien Direkter vun der Uni.lu huet a senger dynamescher an engagéierter Ried d‘Ausbildung vun den zukünftegen Wëssenschaftler an Ingenieuren
32 l bulli Fréijoer 2015
Journée de l’Ingénieur
als „nationaler Wettbewerbsfaktor“ ënnerstrach. E klengt Land wei Lëtzebuerg profitéiert vun de Qualifikatiounen déi d‘Uni fir dat eegent Land schaaft, mee awer och doduerch dass Zouwanderer aus dem Ausland op Lëtzebuerg kommen a Form vun héich qualifizéierten Absolventen a Fuerscher déi sech dauerhaft zu Lëtzebuerg nidderloossen. Dëst verstäerkt weiderhin d‘Wichtegkeet vun der Uni.lu duerch den neie Standuert Belval. Den Här Klump huet och d‘Noutwendegkeet vun der Politik ugesprach, dass si d‘Bedürfnisser an
d‘Weiderentwécklung vun eiser Uni sensibiliséiere soll. D‘Conclusioun vu senger Ried war, dass e Land sech nëmmen duerch d‘Zesummenaarbecht tëschent der Universitéit an den Associatioune wei beispillsweis der ALI entwéckele kann. Als Ofschloss vun der Journée de l’Ingénieur konnt een sech mat verschiddene Leit aus der lëtzebuerger Industrie bei engem Patt ënnerhalen. Auteur: Michel Reisch
Foto: Carlo Hommel
Foto: Anouk Godelet
Journée de l’Ingénieur
bulli Fréijoer 2015 l 33
Engineers Without Borders Luxembourg
Fotoen: David Norta, EWB Luxembourg
The Vabea district school was without electricity for the last five years. Located on Ono Island in the Kadavu group in the South of Fijis main island Viti Levu, some 43 students learn for their future educated by three teachers. Located in a valley behind the villages Waisomo and Vabea, the school teaches children from these two villages as well as from Narikoso village some 30 min boat ride away. Based on David’s involvement in the development of energy projects in Fiji, motivated by his studies there at the University of the South Pacific, a delegation of Engineers Without Borders Germany and Luxembourg visited Ono island and other locations in Fiji back in 2013. Meanwhile, some funding from the German Embassy in Wellington was approved, so that the European partners teamed up to visit the Vabea School which was supposed to be electrified within the project. Following the idea of global knowledge exchange the European team was supported by members of the Fiji National University (FNU) and one of their professors. Motivated by our project idea, the FNU participated the first time in a project, directly involving villagers and serving their need of a reliable electricity supply. Therefore, the University
34 l bulli FrĂŠijoer 2015
administration sent a team of four people consisting of the Professor Paula Tuivanuyalewa and three technicians and students with us to implement a solar PV system on the roof of the school. Once arrived in Ono, after a 12 hours ferry ride and adventurous 40 minutes in a speedboat, the team directly started, supported by a technician of a local solar supplier, to look for a location for the solar panels. Using the already existing electricity grid to each house of the school, once fed by a Diesel generator, the best location related to the grid and the direct sunshine of potential roofs was chosen. It took us three days to connect the system with the existing grid and to supply power to the system. We experienced curious and nervous kids, having the first time electricity in their school. Especially the kids from the Narikoso village, who have to stay the week in school from Sunday to Friday, benefit from the electricity supply. During our stay, the 1.2 kW solar system generated a maximum of 4 kWh per day and stored excess energy in the 10.8 kWh battery storage. An extensive training of teachers and villagers, which lasted three days with two daily 45 minutes lessons, explained the participants how the systems
Engineers Without Borders Luxembourg
work and how to maintain the battery storage and to calculate their energy demand. The positive feedback of the training hold by David encouraged the team to follow up that training concept for the next projects. Working together with the German and Luxembourgish EWB members on the project, the Luxembourgish team was in the lucky situation to learn from the German counterparts. Due to a lack of donations in Luxembourg the main cost was carried
Already supported by two donations from ANEIL we are happy that we could use some of the money in Fiji as well as for the India exploration. Thank you for that! Engineers Without Borders Luxembourg is also happy to involve ANEIL members in our chapter consisting of students and professionals. Informed about our future involvements in Fiji, as well as in Colombia and India, we would be happy to team up and to cooperate directly in the project work.
Fotoen: David Norta, EWB Luxembourg
by the German partner. The future involvement of EWB in Ono Island concerns the renewable energy supply of an entire village, of a maximum of 20 houses. Furthermore the installation of a Pico Hydro scheme is planned in close vicinity to the school. Within the project two additional villages got solar home systems, consisting of a charge controlled battery, four lights and USB charge connector for mobile phones. The idea is to train the villagers with the small system to learn the limits of a solar supply and to install in future missions some larger solar or other renewable systems for the energy supply in their villages.
Please feel free to contact us directly under contact@ewb-luxembourg.org, nevertheless due to a lack of donations, the ANEIL ones made more than 75% of our 2014 budget, we also want to remind that our non-profit voluntary work needs a stable financial background to proceed with our work. Any ideas can be discussed with our fundraising team under fundraising@ewb-luxembourg.org, or during a meeting at the EWB Luxembourg office at the Campus Kirchberg. Editor: David Norta
EWB Luxembourg supports the further exploration of potential project sites by the FNU delegation financially. The idea of involving locals in the EWB Luxembourg projects was already successfully applied in the India exploration in last December. By creating an international team, consisting of European and local participants, an optimum knowledge exchange is assured. Furthermore, by investing in exploration missions new projects can be developed together and implementations can follow.
Engineers Without Borders Luxembourg
bulli FrĂŠijoer 2015 l 35
Dem Sophie Hellinghausen seng Masteraarbecht Ënnersichung vum Verformungsverhaalen vu Mauerwierk ënnert een-axialer Drockbelaaschtung mat Hëllef vun opteschen Miessmethoden
Fotoen: Sophie Hellinghausen
Obschonn Drockfestegkeet dei wichtegst Eegeschaft vu Mauerwierk duerstellt, gëtt et Hautdesdaags nach ëmmer keen eenheetlechen an allgemenggëltegen Usaz fir se ze berechnen. An den aktuellen Normen stinn natierlech Formelen fir d‘Drockfestegkeet ofzeschätzen, allerdéngs gëtt si domatten extrem ënnerschat, wat zu onwirtschaftlechen Bemiessungen feiert. Déi grouss Differenz vun der berechneter zur tatsächlechen Mauerwierksdrockfestegkeet kennt dohier, dass d‘Formelen dei zur Verfügung stinn nëmmen d‘Drockfestegkeeten vun den Ausgangsstoffen (Steen an Mörtel) berücksichtegen, ouni awer op dat géigesäitegt Beaflossen vun deenen zwee Komponenten an hiert ënnerschiddlecht Verformungsverhalen anzegoen. Zum Beispill gëtt net berücksichtegt, dass dem Mörtel soubal en a Kontakt mam Steen kennt Waasser entzunn gëtt, wat dozou feiert dass seng Eegenschaften staark verännert ginn. Opgrond vun dësem Mëssstand war et meng Aufgab d‘Verformungsverhalen vun den Ausgangsstoffen (Steen a Mörtel) an hier Interaktioun méi genee z‘analyséieren. Dofir hunn ech missen kleng Maueren aus Kalksandsteen a Normalmauermörtel hierstellen ewéi dat d‘Foto Nr.1 weist.
36 l bulli Fréijoer 2015
Fir d‘Miessungen ass den opteschen an dräidimensionalen System ARAMIS zum Asaz komm. Dëse System besteet aus zwou konvergent zoueneen opgestallten Kamera‘en, dei an engem genau definéierten Ofstand zur Mauer opgestallt ginn a mat enger Computer Software verbonne sinn. Andeems ech d‘Uewerfläch vun menger Mauer mat engem zoufällegen schwaarz/wäiss Muster agespréiht hunn, konnten d‘Kamera’en bzw. d‘Software all eenzelne Beräich vun der Mauer während dem Drockversuch genee identifizéieren an verfollegen. D‘Foto Nr. 2 weist den Opbau vum ARAMIS- System an d’Mauer déi an der Drockpress steet. D‘Kamera‘en hunn an engem bestëmmten Intervall Biller vun der Mauer opgeholl während deem se an der Drockpress zesummen gedréckt gouf. D‘Software konnt d‘Biller duerno auswäerten an d‘Verformungen bzw. Dehnungen berechnen. De grousse Virdeel vun dëser Method ass, dass och d‘Verformungen vum Mörtel an direktem Kontaktberäich zum Steen konnten genee ënnersicht ginn. Dëst wier mat klasseschen Methoden net méiglech gewiescht. Dei nei gewonnen Erkenntnisser iwwert d‘Verformungsverhalen vum Steen an Mörtel wäerten eventuell e klengen Deel dozou
Dem Sophie Hellinghausen seng Masteraarbescht
bäidroen an nächster Zukunft eng méi präzis Formel fir Drockfestegkeet vun Mauerwierk kennen opzestellen. Auteur: Sophie Hellinghausen
Fotoen: Sophie Hellinghausen
Qu’avez-vous fait ces 5 dernières années ? bulli Fréijoer 2015 l 37
Construire son avenir, visitez www.bce.lu / about us / careers
Visite vum ArcelorMittal - Wierk 20.02.2015 | Déifferdeng
Fotoen: Anouk Godelet
Den 20. Februar hu mir eis zu Déifferdeng um Site vun ArcelorMittal fir eng Visite vun hirem Walzwierk getraff. Nom Check-In krute mir vum Här Bob Manet, Head of Maintenance, a vum Här Pol Philippe e puer Erklärungen zum Déifferdenger Site an zum Grupp ArcelorMittal. ArcelorMittal ass zu Lëtzebuerg fir jiddereen ee Begrëff. De Grupp as 2006, also viru bal 10 Joer, duerch d‘Fusioun vum europäesche Stolproduzent Arcelor mat dem indesche Grupp Mittal entstanen. ArcelorMittal beschäftegt am Ganzen 232.000 Employéen, dovun ronn 100.000 an Europa an dat op 400 Site. De Business vun ArcelorMittal an Europa deelt sech an 3 Beräicher op: Flat, Long an Distribution. De Site zu Déifferdeng gehéiert zum Beräich Long a produzéiert a sengem Walzwierk exklusiv Grey-Träger. D‘Geschicht vum Déifferdenger Wierk geet zeréck op d‘Joer 1896, wei d‘Société Anonyme des Hauts-Fourneaux de Differdange gegrënnt ginn ass. Haaptmann war deemools de Paul Wurth, deen iwwert seng Kontakter mam Henry Grey, d‘Waarmwalze vun H-Träger op Déifferdeng bruecht huet. Dem Här Grey seng Idee hat an Amerika net sou richteg gezünt, mee mat lëtzebuerger Ingenieurskonscht waren d‘Problemer no ville Versich an enger Faillite séier geléist. Mat der Zäit huet sech d‘Déifferdenger Walzwierk en Numm gemaach a seng Träger
38 l bulli Fréijoer 2015
an d‘ganz Welt geliwwert. Eng Spezialitéit vun Déifferdeng sinn d‘Träger an Iwwer-Dimensiounen, wei se nëmmen zu Déifferdeng kenne gewalzt ginn. Des Träger si bis 1100 mm héich. Am ganze liwwert d‘Walzwierk zu Déifferdeng ronn 1000 verschidde geometresch Dimensiounen an 13 chemeschen a 6 walztechnesche Qualitéiten. D‘Träger kennen no europäeschen, amerikaneschen, japaneschen, briteschen an esou guer no russesche Standarde produzéiert ginn. D‘Gamme vun Déifferdeng gëtt fir Applikatioune wei Wolkenkratzer, Brécken, Parkhaiser, Fundamenter oder och nach Monorailen genotzt. No dësen Explikatiounen huet déi eigentlech Visite ugefaang. Mir hunn eis aus Sécherheetsgrënn op d‘Walzwierk beschränkt. Während der Visite huet eis den Här Manet déi eenzel Produktiounsschrëtt erklärt an eis Froe beäntwert. Ier de Stol an d‘Walzwierk kennt, gëtt en zu Déifferdeng aus Schrott geschmollt. Dofir gëtt en Elektrouewen agesat, deen de Schrott a gutt 25 Minute a flëssege Stol verwandelt. Dofir ginn 132 MW elektresch Leeschtung gebraucht. Nodeems de Stol verflessegt ginn ass, gëtt en an engem zweete Schrëtt weider vereedelt fir d‘Schlaken an
Visite vum ArcelorMittal-Wierk
Nous sommes fiers de ce que nous avons accompli et de notre esprit d'entreprise, qui nous ont permis de devenir leader dans nos secteurs d’activité. Ainsi, nos aciers Histar® made in Differdange sont intégrés dans la charpente du Bow, le plus haut gratte-ciel de Calgary et le plus grand bâtiment en structure acier de l’Ouest du Canada.
C'est nous
http://luxembourg.arcelormittal.com
© Foster&Partners / Terri Meyer Boake
Leadership
anere Knascht raus ze kréien. Fir de flëssege Stol an déi richteg H-Form ze bréngen, gëtt en an der coulée continue (op Däitsch: Stranggießen) a Form bruecht. De Strang gëtt duerno ofgeschnidden an d‘Stecker ginn am sou genannte Walking Beam Furnance tëschegelagert. Dëst ass en Zwëschelager, wat gebraucht gëtt fir de kontinuéierleche Prozess vu Stranggießen mam Batch-Prozess vum Walzen ze synchroniséieren a markéiert d‘Grenz tëscht dem Stolwierk an dem Walzwierk. D‘Walze vum Stol ass a 4 Etappen opgedeelt. An deenen
schweessen (och net gutt). Nom QST gëtt nach e Finissage gemaach an duerno ginn d‘Träger op d‘Längt vum Client geschnidde. Zu Déifferdeng ginn d‘Träger op maximal 42 m ofgelängt. Zu gudder Lescht ginn d‘Träger dann nach riicht gebéit. Des Prozedure gëtt manuell gesteiert a geet op d‘Aa. Den Transfert vun den Träger tëscht deenen eenzelnen Etappe leeft iwwer Rouleauen a gëtt, wei de Walzprozess och vu Kommandostatioune gesteiert. Des Statiounen erënneren un d‘Bréck vun engem grousse Containerschëff.
Fotoen: Anouk Godelet
Etappe ginn d‘Stecker aus dem Walking Beam Furnance, déi maximal 12 m laang sinn, op bis zu 120 m ausgewalzt. Déi interessant Etappe vum Walzprozess sinn d’Tandemwalzen an de sou genannte Quenching and Self-Tempering (QST), deen no dem Tandemwalzen kennt. An der Tandemwalz ginn d‘Träger no der éischter Etapp ëmmer rëm hin- an zeréck gewalzt bis se déi gewënschten Dimensiounen hunn. D‘Walze selwer hunn ee Gewiicht vu 56 Tonnen an eng Liewensdauer vu ronn 40 Joer. Dat heescht, eng Walz déi lo an d‘Pensioun geet, huet hier Léier nach zur Zäit vun der gudder aler Arbed gemaach. Nom d’Tandemwalzen kennt de QST. De QST ass wichteg fir déi besonnesch Eegeschafte vun den Déifferdenger Träger ze garantéieren. Dobäi gëtt den Träger vu bausse mat Waasser gezielt ofgeschreckt an duerno gëtt d‘Hetzt, déi nach am Träger ass, fir d‘Anlassen genotzt. Duerch dëse Prozess gëtt den Träger baussen haart a bleift bannen zéi. Am Prinzip also wei d‘Leit vun der ANEIL. Well dëse Prozess an der Walzstrooss esou gutt funktionéiert, kann am Stolwierk mat manner Legierungen geschafft ginn. Dat mëscht den Här Mittal an de Schweesser um Chantier frou. Firwat ? Ganz einfach: Legierungen sinn deier (guer net gutt) a Stol mat ville Legierungen léisst sech nëmme ganz komplizéiert
Wat zu Déifferdeng extrem beandrockt, ass op enger Säit d‘GGréisst vum ganze Site an déi iwwerdimensional Installatiounen: Hallen déi e puer honnert Meter laang sinn, d‘Krane fir dat schwéiert Material ze bewegen, d‘Walzen, d‘Seeblieder fir den Träger an e puer Sekonnen ze schneiden, déi riese Schrottplaz fir den Nachschub. Mee wat och beandrockt ass d‘Hetzt vun de gliddegen Träger, déi ee schonn aus 30 m Distanz spiert an déi ganz staark gëtt wann ee méi no kennt. Déifferdeng ass e Stolwierk, do geet et haart op haart. Et ass net alles blitzblank. Brauch et och net. Hei ginn nach reell Saachen erschaff, déi d‘Welt vu Lëtzebzuerg aus formen. Op d‘Skyline vu Manhattan, de World Financial Center zu Shanghai oder de Burj Khalifa, si sinn mat Träger vun Déifferdeng gebaut ginn. Auteur: Laurent Lemmer
Foto: Anouk Godelet
40 l bulli Fréijoer 2015
Visite vum ArcelorMittal-Wierk
Foto: Anouk Godelet
Fotoen: Anouk Godelet
42 l bulli FrĂŠijoer 2015
Visite vum ArcelorMittal-Wierk
Société Nationale de Certification et d’Homologation
homologation e13 E13 certification CE0499 maritime EN ISO 3874
EN ISO 27000 EN ISO 9000 CSC
Homologation Approval in accordance with ECE regulations related to the 1958 United Nations Agreement concerning the adoption of uniform conditions of approval and reciprocal recognition of approvals for motor, vehicles, equipments and parts.
SNCH, the competent authority designated by the Minister of Sustainable Development and Infrastructure in the areas of automobile certification and supervision of technical services.
Approval in accordance with EU directives and regulations related to the acceptance of motor vehicles and their trailers, systems, components and separate technical units, agricultural and forestry tractors, two and three wheel vehicles and quadricycles. • 2007/46/EC Motor vehicles
• 168/2013/EU Two and three wheel vehicles, quadricycles
• 167/2013/EU Agricultural and forestry tractors
CE 0499 Certification
Maritime Certification
Notified Body N°: NB 0499 for a number of EC directives
SNCH inspects and certifies Containers, Swap Bodies and Cargo Securing Equipment for international and maritime transport.
In this capacity SNCH evaluates the conformity of products with the essential requirements and ensures the technical application of the procedures referred to in the directives.
• Convention for Safe Containers (CSC) 1972
• 89/686/EC Personal protective equipment
• 94/25/EC 2013/53/EU Recreational craft
• 2000/14/EC Noise emission in the environment by equipment
• 2007/23/CE Pyrotechnical articles for vehicles
Société Nationale de Certification et d’Homologation s.à r.l. 2a Kalchesbrück
Tél.: (+352) 261 570 - 250
L-1852 Luxembourg
Fax: (+352) 261 570 - 244
info@snch.lu
www.snch.lu
• International Maritime Dangerous Goods Code (IMDG) and ADR • EN ISO 3874 Freight Containers Handling and securing
Foire fir interesséiert Ingenieuren 16.03 - 20. 03.2015 Hannover Weltweit größte Messe für Informationstechnik www.cebit.de Themen: digitale Lösungen, Informations-und Kommunikationstechnik, eHealth, green IT, mobility 13.04 - 17.04.2015 Hannover Weltweit wichtigste Industriemesse www.hannovermesse.de Themen: Industrieautomation, Energietechnologien, AntriebsFluidtechnik, Mobilität, Zulieferung und Zukunftstechnologien
und
13.04 - 17.04.2015 Hannover Internationale Messe für industrielle Zulieferlösungen und Leichtbau www.hannovermesse.de Themen: Werkstoff-und Technologie-Know-how, Entwicklung Konstruktion, Komponenten und Systeme, sowie Leichtbau
und
05.05 - 08.05.2015 Stuttgart Internationale Fachmesse für Werkzeug-, Modell- und Formenbau www.messe-stuttgart.de Themen: Kunststoffverarbeitung, Qualitätssicherung, Maschinentechnik, generative Fertigung und Leichtbau 19.05 - 21.05.2015 Nürnberg Internationale Messe für Leistungselektronik und Energiemanagement www.mesago.de Themen: Leistungselektronik, intelligenten Antriebstechnik, Erneuerbare Energie und Power Quality 10.06 - 12.06.2015 München Weltweit größte Fachmesse für die Solarwirtschaft www.intersolar.de Themen: Photovoltaik, Energiespeicher und Regenerative Wärme
44 l bulli Fréijoer 2015
Foire fir interesséiert Ingenieuren
15.06 - 19.06.2015 Frankfurt am Main 31. Internationale Leitmesse der Prozessindustrie www.achema.de Themen: chemische Technik, innovative Prozessanalytik, Verfahrenstechnik, industrielle Biotechnologie, industrielles Wassermanagement 06.10 - 08.10.2015 Hannover Europäische Leitmesse für Biotechnologie, Life Sciences und Labortechnik www.labvolution.de; www.biotechnica.de Themen: das gesamte Spektrum der Labortechnik und -infrastruktur, alle Sparten der Biotechnologie 04.11 - 05.11.2015 Dortmund Fachmesse für Recycling-Technologien und Schüttguttechnologien www.easyfairs.com Themen: Produkte und Technologien zur Sammlung, Sortierung, Aufbereitung, Verwertung und Beseitigung verwertbarer Materialien Themen: Verarbeitung und Lagerung von Schüttgütern, Materialaufbereitung und -verwertung von Bau- und Kunststoffen, Holz, Glas, ...
ELECTROMECHANICAL COMPONENTS FOR AUTOMOTIVE AND HOUSEHOLD APPLIANCES bulli Fréijoer 2015 l 45 ELTH S.A. · CEBI GROUP · RUE J.F. KENNEDY · L–7327 STEINSEL · INFO.LU@CEBI.COM · WWW.CEBI.COM
Fotoen: TR Engineering
Visite vum Chantier Viaduc Pulvermühle Karfreideg, den 3. Abrëll 2015 um 10:00 Eis Visite, Moies virun der Table Ronde op Karfreideg, ass dëst Joer zesumme mat TR-Engineering. D’Aneil ass besonnesch houfreg iech des Kéier dësen impressionante Chantier proposéieren ze kënnen, deen eigentlech aus 3 Deeler besteet : dem Tunnel ënnert dem Parking Rocade, dem Lancage vun der Bréck an dem Ouvrage um Perré. Weiderhin hu dir, léif Memberen, déi eemoleg Geleeënheet déi gréisste Maschinn aktuell an Europa vum Gewiicht hier fir Pieux’en ze bueren während dëser Visite an Aktioun ze gesinn. Wat Wéini Wou
Viaduc CFL Pulvermühle – dédoublement du viaduc actuel Karfreideg, 03. 04.2015, um 10:00 Boulevard d’avranches, vis-à-vis vum Sofitel an der Stad Lëtzebuerg
Weider Informatioune fann dir an den nächsten Wochen op eisem Facebook Event.