Page 1

bulli

Wanter 2014

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2014 6 Invitatioun op eis Assemblée Générale 9 REEL München 2014 10 Foire de l‘étudiant 15 Visite vum RTL Chantier 18 Invitatioun op d‘Visite vun der Brasserie Nat. 20 30 Joer ACEL 22 Prix Enovos 2014 24 Dem Max Muller seng Masteraarbecht 28 Invitatioun op d‘Visite vun der EIB 31 Fotoen Réckbléck 2014 32 Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Eric Gonderinger Tom Hermes Luc Lanners Max Muller

Venant Pirrotte Michel Schon Schumpi Tom Steichen

Chefredakter: Anouk Godelet Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Drock: Imprimerie Centrale

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 450 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

2 l bulli Wanter 2014

Iwwersiicht an Impressum


Virwuert

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, et freet mech iech déi véiert a lescht Editioun vum Bulli am Joer 2014 kënnen ze presentéieren. Wéi ëmmer huet de Comité an de leschte Méint erëm eng ganz Rei interessant Aktivitéiten a Visiten organiséiert, iwwer déi dir op den nächste Säiten e bësse méi gewuer wäert ginn.

profitéiert, fir och e bësse Reklamm fir eise Veräin ze maachen an eng ganz Rei nei Memberen ze rekrutéieren.

Déi lescht Period vum Joer sollt eigentlech mat enger zweeter Rees op Hamburg lassgoen, en Event dee mir awer dunn op Grond vun der ze niddreger Zuel un Interessentë leider hu missten ofsoen. Äere Comité huet sech dëst allerdéngs zu Häerz geholl an ass den Ament amgaang ze kucke wéi een dee Problem mam schlechten Datum fir déi nächst Joere beschtméiglechst léise kann, fir datt mir an Zukunft hoffentlech keng Rees méi mussen ofsoen. D'Ziel vun der ANEIL wäert och an Zukunft weiderhi sinn fir seng Memberen, am Kader vun interessante Visiten, zesummen ze bréngen an hinnen en attraktive Programm ze bidden. Duerfir wëll ech äis och iwwer dëse Wee fir dee klenge Mëssel entschëllegen.

Mëtt November hate mir ee ganz wichtege Weekend am Kalenner vun der ANEIL, well mir dunn op der Foire de l'Etudiant an der Luxexpo vertruede waren a probéiert hunn, deen een oder aneren interesséierte Schüler vun deeër eenzeg richteger Studierichtung ze iwwerzeegen ;) Nom groussen Erfolleg d'lescht Joer, ass et eis och dëst Joer erëm gelongen, en 3D-Drucker ze presentéieren, deen déi zwee Deeg iwwer verschidde Gadgeten produzéiert huet, déi meeschtens méi séier fort ware wéi mir kucke konnten. Des weidere ware mir frou dat d'Firma FANUC Robotics vun Iechternach eis een Demonstratiounsroboter iwwerlooss hat, deen de Fräsvirgang vun i-Phone-Coveren simuléiert. Och domat hate mir eng ganz Rei Leit kënnen ulackelen. Alles an allem war d'Foire wéi gewinnt e rieseche Succès a mir hoffen, dass mir an den nächste Joeren hoffentlech eng ganz Rei nei jonk Memberen an der ANEIL wäerte kënne begréissen.

Bal schonn traditionell war d'ANEIL natierlech och dëst Joer erëm mat enger staarker Delegatioun op der REEL zu München vertrueden an huet vun dësem eenzegaartegen Event am Studentekalenner

No engem flotten Owend am Choco ass et du Samschdes moies fréi mat enger vum Bureau Schroeder & Associés organiséierter Visite um Chantier vum néien RTL Headquarter um

Virwuert

bulli Wanter 2014 l 3


Kierchbierg weidergaangen. Nodeems mir eng kleng Introduktioun iwwert d'Besonnechkeete vum Chantier kritt haten, hate mir duerno d'Geleeënheet eis de Réibau vu bannen unzekucken an en Tour duerch de Bulli an d'Déifwaasser um Chantier ze maachen. No dëser ganz interessanter Visite ass et direkt weider an de Forum da Vinci gaangen, wou d'Iwwerreechung vum Prix ENOVOS, e Förderpräis fir besonnesch gutt Masteraarbechten am Ingénieursberäich, um Programm stoung. Op dëser Plaz nach eng Kéier eis beschte Gléckwënsch un alleguerten d'Lauréaten an natierlech och eise grousse Merci der Fondatioun ENOVOS an der Fondation de Luxembourg fir hiert Engagement, fir besonnesch Leeschtungen mat engem Präis vun 2.500 Euro ze honoréieren.

Forum da Vinci ofhale wäerten. Wou natierlech all Member häerzlech agelueden ass. All Motivéierten, dee bereet ass d'nächst Joer eng Tâche am Comité z'iwwerhuelen, soll sech sou séier wéi méiglech bei engem Comitésmember mellen oder seng Kandidatur un contact@aneil.lu schécken. Am Numm vum ganze Comité wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum Bulli, schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'Joer 2015 ! äre Presi Phons

Ofschléissend well ech nach eng Kéier all eise Membere Merci soen, déi d'ganzt Joer duerch un eise verschiddenen Aktivitéiten deelgeholl hunn, an ech hoffen, datt och eis nächst Eventer weiderhin sou gutt besicht wäerte sinn. Op dëser Plaz well ech dann och nach eng Kéier e bëssi Reklamm maache fir eis lescht Visite vum Joer, an zwar bei der Brasserie Nationale, an och fir eis Assemblée Générale, déi mir de 27. Dezember am

Votre choix intelligent, pour aujourd’hui et pour demain.

4 l bulli Wanter 2014

rosedeclaire.lu

ÉCOLOGIQUE - CONFORTABLE - FIABLE


BA NQ UE ET LʼE TAT ARGN E DE CA ISS E DʼEP G UR BO LUXEM

Expire Fin

SC HM ID T JIL 33 4444 5555 LU11 2222 33

Compte Numéro

02/20

rte lassic, d’une ca C A IS V e rt ca e tez d’un s de NIF, vous profi pe, de solution ro u E Avec axxess U n e t u o rt es. a valable p autres avantag s le ip lt u m de débit axxess e d t e . our vos études es une réussite d tu é s financement p vo e d .lu e fos sur axxess tre look et fair in t vo e r s e n rd io a it g d r n u o co P ans : nts de 18 à 30 Pour les étudia

Carte Numéro

65 43 21

100% JEUNE. 100% VOUS.

UNIF

Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1, place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. (+352) 4015-1

JE N’ÉTUDIE PAS uniquement K O O L MON


Comité 2014 Eric Gonderinger

Venant Pirrotte

Oochen Maschinnebau

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

eric.gonderinger@aneil.lu

venant.pirrotte@aneil.lu

Tom Steichen

Michel Schon

Oochen Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 621 78 62 65 +49 151 28 30 02 65

+352 691 689 246 +49 176 96 41 17 35

tom.steichen@aneil.lu

michel.schon@aneil.lu

Gilles Nies

Anouk Godelet

Oochen Bauingenieur

Frankfurt Architektur

+352 691 69 45 61 +49 157 75 16 84 21

+352 691 74 81 92 +49 157 85 53 59 77

gilles.nies@aneil.lu

anouk.godelet@aneil.lu

Max Schmitz

Thom Ackermann

Zürich Maschinnebau

Zürich Maschinnebau

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

+41 78 70 77 339

max.schmitz@aneil.lu

thom.ackermann@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Foire

Responsable Publications

6 l bulli Wanter 2014

Vice-Président & Visites

Trésorier

Responsable Publications

Partenaires & Table ronde

Comité 2014


Florian Pfleiderer

Luc Lanners

Zürich Maschinnebau

Freiburg Embedded Systems Engineering

+352 621 700 063 +41 78 819 36 05

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

florian.pfleiderer@aneil.lu

luc.lanners@aneil.lu

Yves Duhr

Philippe Theisen

Oochen Informatik

Oochen Bauingenieur

+352 621 483 134 +49 178 89 29 370

+352 691 881 549 +49 176 551 963 32

yves.duhr@aneil.lu

philippe.theisen@aneil.lu

Partenaires & Table ronde

Coopté Site Internet

Comité 2014

Site Internet

Coopté Information

bulli Wanter 2014 l 7


ASSEMBLEE GENERALE 2014 Mir invitéieren iech ganz häerzlech op eis alljährlech Generalversammlung. Dëst Joer fënnt se um traditionellen Datum, dem 27. Dezember, statt. No der Versammlung wäerte mir iech ee Patt zum Beschten offréieren. Wéini

Samschdes, den 27. Dezember, um 19:00

Wou

Forum da Vinci 6, boulevard Grand-Duchesse Charlotte L-1330 Lëtzebuerg

Wann’s du interesséiert bass d’nächst Joer eng Charge am Comité ze iwwerhuelen, kanns du deng Kandidatur bis den 24. Dezember per E-Mail (contact@aneil.lu) oder perséinlech bei engem vum Comité era reechen. Bei weidere Froe kanns du dech gären beim Comité mellen.


REEL München 2014

DONNESCHDES No 7 Joer wor d‘Ziel vun der REEL erëm München. D‘Busser sinn des Kéier nach eng Kéier méi frei gestart soudatt d‘REELanner ouni Retard zu Münche starte konnten. Well virum Départ keng Zäit fir ze schlofe wor, hunn déi meeschten dat genotzt fir am Bus ouni Paus weider ze feieren. Ouni vill Verkéier woren d’Busser schonn eng Stonn ze frei zu München soudatt den éischten Ausfluch zu München eng Tankstell wor. Pünktlech um 7 Auer sinn d‘REELanner an der Jugendherberg empfaange ginn a konnten sech dunn op d’Zëmmeren opdeelen. Den Highlight am Hostel, net nëmmen fir d’Ingenieuren ënnert de d‘REELanner, wor de vollautomatesche Pizzaautomat, den och oft genuch an den Asaz komm wor. Nodeems jiddereen säin Zëmmer fonnt huet ass et an de Kulturzentrum Messestadt gaangen fir d‘ACEL Workshops. D‘REELanner sinn op 3 Workshops opgedeelt ginn an deenen jeeweils iwwert een Thema diskutéiert ginn ass : „Workshop 1: Bild vum Student zu Lëtzebuerg“, „Workshop 2: D‘gesetzlech verankert Studentevertriedung“ an „Workshop 3: Beruffswelt a Berufsastiech zu Lëtzebuerg“. Interessant am éischten Workshop wor

10 l bulli Wanter 2014

och fir d‘ANEIL dat d‘CMCen (ALEP, ALEM, etc …) kee Walrecht hunn (ob der AG vun der ACEL) an kee Stand um ACEL Bal kennen organiséieren, an ob dat villäicht misst geännert ginn. No den Workshopen ass an der Plénière nach eng Kéier alles kuerz resüméiert an diskutéiert ginn. No engem Hendl aus dem Grillunhänger, stoung de Rallye um Programm. Et ass iwwer puer Statiounen mat Spiller duerch d‘Stad gaangen, de Programm wor leider sou stramm dat d‘Statiounen wéi Ravies (glécklecherweis mat Béier) op engem Marathon virkomm sinn. Endstatioun wor de Provisorium wou et dunn Lasagne géint den Honger a Béier géint den Duuscht gi sinn. D‘Locatioun huet richteg gutt gepasst an d‘Stëmmung wor frei ganz héisch, sou dat de “Les lacs du Connemara” schonn um 11 Auer gespillt ginn ass. FREIDES Freides Moies ass et wei vun de REEL‘en gewinnt frei, fir verschidde Leit ze vill frei op d’Visite gaangen. D‘Wiel hat een zwëschen dem LeibnizRechenzentrum, der Allianz-Arena, enger BMWWerksféierung, eng Visite an der Paulaner-SpatenBrauerei oder wien bei dem Rallye nach net gesinn hat, eng Stad-Féierung. Als Ingenieur wor den Choix

REEL München 2014


schnell fir d‘BMW-Werksféierung gefall an zemools déi ganz Automatisatioun mat de Roboteren wor impressionant. No der vegetarescher Lasagne Donneschdes Owes ass et Freides Mëtten vegetaresch mat Kässpätzle weidergaangen. Gutt geniert ass et ob d’Presentatiounen vun de „Partner“ an den Acrone Technologie Center gaangen. Natierlech woren och rëm interessant Firmaen aus dem Ingenieursberäich vertrueden soudatt no de Presentatiounen bei engem klenge Patt Kontakter konnte geknäppt ginn. Fir d‘Owesiessen ass et mat de Partner, dem Educatioun Minister Claude Meisch an den Här Jerry Lenert, Direkter vum Cedies an de Löwenbräukeller gaangen. Fir den Här Meisch wor et déi éischte REEL an hien wor direkt an d‘kaalt Waasser geheit ginn mat engem speziell fir hien komponéierte Lidd, dat vum REEL‘s Comité gesonge gouf. Nodeems den Här Meisch iwwert de ganzen Owend en halleft klengt Maas Béier gepackt huet, ass et dunn leider ouni Minister an de Club „Jack Rabbit“ gaangen. Am Club ass dunn nach bis frei an de Moien gefeiert ginn.

REEL München 2014

SAMSCHDES Wéi et sech fir eng REEL gehéiert, huet een och Samschdes erëm fréi aus de Fiederen missen. D’Hären sinn an hire Kostüm an d‘Dammen an hier Räck geschlüpft. Schliisslech hunn d‘REELaner Besuch vum Héichschoulminister, Claude Meisch, kritt. Moies goung et fir d‘éischt an den Audimax vun der TUM, wou den Debat tëscht dem Héichschoulminister an der ACEL statt fonnt huet. Een Deel vun der Diskussiounsronn huet sech mat der Evaluatioun vun der Aide Financière beschäftegt. Nei säit dësem Joer ass d‘Opdeelung vun der Bourse an “d‘Bourse de base, sociale et de mobilité”. Donieft gouf iwwert d‘Virbereedung vun der gesetzlech verankerter Studentevertriedung geschwat. Nodeems jiddereen zu Wuert komm ass, konnten d‘REELaner ee Mëttegiessen am Weinhaus Neuner genéissen. Dono ass et erëm zréck an den Audimax gaangen fir d‘Podiumsdiskussioun mam Thema “Selbstbestimmung der Universitäten – inwiefern von der Wirtschaft beeinflusst?” gehalen. Deelgeholl hunn d‘Madame Isabell Zacharias, héichschoulpolitesch Spriecherin vun der SPDLandtagsfraktioun, den Här Prof. Dr.-Ing. Markus

bulli Wanter 2014 l 11


Lienkamp vum Fahrzeugtechnik-Léierstull, den Här Wolfgang Elsäßer, Geschäftsféirer vun der ASTRA Deutschland an den Här Prof. Dr. em. JeanPaul Lehner vun der Uni Lëtzebuerg invitéiert. De Schwéierpunkt vun der Diskussioun Nomëttes war, a wéi wäit eng Uni op finanziell Drëttmëttel aus der Wirtschaft ugewisen ass fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Spéider goufen d‘REELaner vum Konsul an de Maximilaneum, wou och de bayresche Landtag

säi Sëtz, op Schnittecher an en Patt invitéiert. Op dëser eenzegaarteger Locatioun konnt een de Sonnenënnergang iwwer München genéissen éier et weider an de Rilano Nr. 6 gaangen ass. Fir den Galaowend kruten d‘REELaner un d‘Härz geluecht, den “Dësch an d‘Luucht” auszeloossen, fir déi wäiss Liedersstill net knaschteg ze maachen. Kuerzerhand gouf d‘Lidd ëmkomponéiert a schonns stoungen d‘REELaner mam Dësch am Grapp an nëmmen nach mat Strëmp un den Féiss um Stull. Den Owend gouf an der lëschteger Atmosphär ausklénge gelooss, wou sech spéider deen een oder aneren Här am Rack vun enger Damm an déi betraffen Damm am Kostüm vum Här erëm fonnt huet.

enger laanger Busrees gutt schmaache gelooss. Nom Iessen goufen d‘REELaner eng leschte Kéier fir d‘Oofschlossaktivitéiten getrennt. Déi eng Grupp ass an d‘Thermen direkt beim Schliersee planschen gaangen, während déi aner d‘Whiskey-Distellerie Slyrs kucken woren. Ofgeschloss gouf dee flotten a spannende Weekend mat engem Grillowend op der Schlierseeinsel. Hei konnt een sech nach emol de Bauch voll schloen

éier een erëm zréck an de Bus Richtung Lëtzebuerg misst. Nom Iessen goufen, wéi dat ob enger REEL üblech ass, nach de Mr. an d‘Ms Reel gekréint. Dat wor et vun der REEL 2014 zu München, an d‘ANEIL seet ob dëser Plaz dem REEL‘s Comité, der ACEL an allen REELanerinnen a REELaner Merci fir di gelongen Deeg.z Michel Schon, Luc Lanners Fotoen: Yves Roth, Tom Steichen, Michel Sunnen, Delia Tornambé

SONNDES No enger weiderer kuerzer Nuecht, sinn d‘REELaner, ouni eppes zu Moies giess ze hunn, an d‘Busser geklomm mam am Ziel Schliersee. Och wann den zweeten Bus an de Stau geroden ass, hunn sech d‘REELaner d‘Stëmmung net vermiesen gelooss. Vum Honger ugedriwwen, huet sech d‘Grupp op de Wee erop op de Bierg gemaach. Glécklecherweis ass ee laanscht eng Seelbunn komm, esou dass schlussendlech jiddereen et op de Bierg gepackt huet. Beim Brunch uewen um Bierg, mat Vue op de Schliersee an op d‘Alpen, huet een et sech och no

12 l bulli Wanter 2014

REEL München 2014


REEL MĂźnchen 2014

bulli Wanter 2014 l 13


«Chez CERATIZIT, nous développons des solutions intelligentes pour le futur et j’ai l’occasion de contribuer à cette réussite.» Cédric Rossignon, 33

Tu veux faire la différence? Rejoins-nous et forge ton futur en tant que stagiaire ou diplômé! Notre monde est celui de la métallurgie des poudres et notre diversité, un challenge permanent. Contribue à ce que CERATIZIT continue d’être présent là où les matériaux durs comptent vraiment. Intègre l’une de nos jeunes équipes, assume des missions exigeantes, exerce une fonction de responsabilité tout en bénéficiant d’une marge de manœuvre importante et de plusieurs offres de formation continue. Informe-toi sur notre site jobs.ceratizit.com/fr et dépose ta candidature en ligne.


Foire de l‘étudiant

Wéi all Joer war d‘ANEIL och dëst Joer rëm op der Foire de l‘Etudiant vertrueden. Dobäi hunn mir e Stand zesumme mat der ALI, dem OAI an dem OLG gedeelt. Trotz Platzmangel hunn mir eis et awer net entgoe gelooss de Schüler a Studenten nees flott technesch Entwécklungen ze demonstréieren. Engersäits hate mir e Roboter vun der FANUC geléint, dee gewisen huet wei iPhone Coveren an der Regel kéinten absolvéiert ginn. Dobäi huet dëse Roboter mat Ënnerdrock ee vun dräi Cover-Rohlinge geholl an huet des demonstrativ gefräst a geschlaff. Nom Ofschloss vun dësen zwee Virgäng huet en dës Virgäng nach weider zwou Kéiere widderholl. Et ass impressionant ze gesi wei genau sou en Roboter ka schaffen. Säit enger Visite op der leschter REEL zu München wësse mir dass d‘Genauegkeet vun engem Roboter haut des Daachs am zweestellege Kommaberäich vum Millimeter leie kann. D‘nächst Joer werte mir awer op 2 Punkte mei genau oppassen. Engersäits hate mer de Roboter sou opgebaut dass en beim Interview vun eisem Premier bei France 3 (jo, och op der Studentefoire ass d‘Politik doheem) hätt solle mat gefilmt ginn; wat mir awer net wousste war dass si just bis kuerz an den Nomëtteg vum éischten Dag op der Foire waren. Dofir stoung de Roboter vir de Rescht

Foire de l’étudiant

vun der Foire bësse méi verstoppt an alleng an engem Eck op eisem Stand. Gott säi Dank huet en awer nach duerch säi berouegende Kaméidi d‘Opmierksamkeet op sech konnten zéien. Deen zweete Punkt deen eendeiteg méi schlëmm war, war deen dass de Roboter jo net wierklech op i Phone Coveren agestallt war. Wollt do villäicht ee Schleichwerbung ausüben oder wisou goufe keng Covere vu Samsung hiergestallt...?! Mir haten awer och nach eng weider technesch Evolutioun, déi an de leschte Joeren ëmmer méi um Opkommen ass, ausgestallt. Ganz houfreg ware mer op eisen 3D-Drucker deen eis déi eng oder aner flott Géigestänn hiergestallt huet. Ech well op dëser Plaatz och soen, dass de flotten Apparat Dank dem Luc sengen informatesche Fähegkeeten un d‘lafe komm ass. Hien huet dem Drucker keng Chance op eventuell Aussetzer gelooss; dësen stoung deemno hefteg bei him ënnert der Schlapp! Niewent enger 3D Schrauf mat passender Mudder huet de Luc et och fäerdeg bruecht eng Trillerpeif mat Kugel dran ze drécken. Vir déi, déi de Begrëff Trillerpeif net méi sollte kennen, dëst ass dat Instrument wat de Schiri spillt wann et rëm beim Klopp senge Léit an der Këscht gerabbelt huet. Dëst bedeitend 3D-Steck gouf eis awer leider vun engem gekonnten Trickdéif

bulli Wanter 2014 l 15


geklaut. Als schéinen Ofschloss huet de Venant sech dunn nach amuséiert den ANEIL-Logo a verschidde Géigestänn ze integréieren an ze drécken. Et sief hei och gesot dass mir villäicht net déi eenzeg mat engem 3D Drucker op der Foire waren. Dofir hate mir awer eng engagéiert, motivéiert an och schéin Equipe hannendrun stoen. Niewent all deem wat mir de Schüler, Studenten, Elteren a Proffen demonstréiert hunn, goufen eis awer och ganz vill Froen zum Ingenieursstudium

gestallt. Dëst ware souwuel allgemeng Froe wéi awer och spezifesch Froen. Natierlech gouf och genuch iwwert de ‚kulturellen‘ Forfait vum Studium diskutéiert, dobäi sinn déi Wierder ANEIL-Rees, Visite, Table Ronde, Summerevent, Fräibéier, Studentebal a REEL net ze seele virkomm. Eis ass awer och opgefall dass vill Schüler aus net wëssenschaftleche Sektiounen sech vir den Ingenieursstudium an -beruff interesséiert hunn. Logescherweis kruten déi dann och vun eis eng kleng „Gehirwäsch“ verpasst a sinn op de richtegen a gudde Wee geleet ginn. Ganz flott war et och ze gesinn dass eng Rei Proffen de Kontakt mat eis opgeholl hunn.

Kombinatioun gewënns de bestëmmt... Des Weidere ware mer awer och gären um Stand vun der ACEL, well grad Moies an aller Fréi (nach an der Nuecht vir sou munch Studenten) hunn si eis mat Kaffi a Mëtschen wakreg kritt. Gutt dass mir eise Stand direkt niewent hinnen haten. Och huet et, duerch si, den Dag iwwer kengem un Gedrénks gefeelt. Op dëser Plaatz en Merci un d‘ACEL.

E grousse Merci och un all déi Léit vun der ANEIL, déi souwuel bei der Virbereedung wei och um Stand déi zwee Deeg dobäi waren a matgehollef hunn. Fir mech waren et flott Momenter an ech freeë mech schonn op d‘Foire de l‘Etudiant 2015.

Tom Steichen Fotoen: Anouk Godelet

Wann mol ee Moment manner Léit bei eisem Stand waren, hu mir eis et och net entgoe gelooss selwer mol bëssi iwwert d‘Foire ze goen. D‘Post war wuel ee vun de beléifteste Stänn, dëst net wéinst hirer néier Formule, nee, mee wéinst hirem Gewënnspill wat eemol an der Stonn gespillt gouf. Dobäi goufen 10 Froe gestallt wouropper et 4 Äntwerten (A-D) goufen, mee just eng war richteg. Deen Séiersten an deen mat de meeschte richtegen Äntwerten huet gewonnen. Praktesch jiddereen vun der ANEIL huet och do matgespillt. Fir de Fall dass du si mol eng Kéier mat hirem Spill untreffe solls, mierk dir déi folgend Äntwerten: ABCBCBBDAD. Mat dëser

16 l bulli Wanter 2014

Foire de l’étudiant


Visite vum RTL Chantier

Op engem gemittleche Samschdeg Moien, de 15. November géint 9 Auer, e puer Stonnen nom AELKBal, hunn sech eng ronn 26 daper Membere vun der ANEIL, op Invitatioun vum Büro Schroeder et Associés, um Chantier vum neie Gebai vun dem RTL Group um Kierchbierg afonnt. Eigentlech sollten et nëmme 25 sinn. Mä et huet sech nach een afonnt, dee bis den Owend virdrunner net mat ageplangt wor. Vue datt awer eng aner, ugemellte Persoun ze spéit wor, huet et am Ufank esou ausgesinn, wéi wa mer awer nëmmen zu 25 wieren. Trotzdem wore mer um Enn zu 26. Et kann awer schonns vir ewech geholl ginn, datt weder een sech verletzt huet, nach een um Chantier verluer goung. Als leschte Participant vun dëser Visite, bleift et dann och elo mir, als Maschinnebauer, iwwerlooss, iech e puer Wieder iwwert eng typesch Bauingenieursvisite ze erzielen. Lass goung et mat der Begréissung duerch d‘Mme Schummer an den Thierry Flies, déi mat eis op de Site getrëppelt sinn, wou mir am lokale Planungsbüro vum Lynn Lecorsais vu Schroeder et Associés a vum Här Ponçelet vun der Baufirma Giorgetti begréisst

18 l bulli Wanter 2014

goufen. An der Aleedung vum Här Ponçelet goufe mer gewuer, datt d‘Bauzäit vum neie Gebai am Juni 2014 ugefaangen huet a nach bis 2016 weidergoe soll. D‘Gebai huet eng Héicht vu 66 m mat dräi Tierm mat bis zu 16 Stäck. D‘Héicht ass begrenzt, well et sech an der Aflugschneis vum Findel befënnt. Do dernieft ginn et awer nach 6 Sous-sols, wouvunner de -5 an de -6 der Technik wäerte virbehale sinn an sech dofir och net ënnert dem ganze Gebai erstrecken. Am grousse Ganzen, wäert dat neit Gebai nëmmen sou vun Technik strotzen (d‘Caroline Maart soll jo um Enn och gutt ausgesinn). Heibäi ass et och nennenswäert, datt dat aalt Gebai vun RTL eigentlech réischt 20 Joer um Bockel huet. Datt elo schonns een neit direkt derniewent gebaut muss ginn, ass Beweis genuch dofir, datt d‘Technik sech extrem schnell weiderentwéckelt. Den Aarbechtsrhythmus um Chantier gëtt nom „double-poste“ gestalt. Heibäi gëtt an 2 Schichte geschafft vu 06:00-22:00. Den Ament si ronn 120 Aarbechter um Bau beschäftegt. Als Baustoff kënnt arméierte Beton zum Asaz, dee mat engem sougenannte „Coffrage semi-grimpant“ verbaut gëtt. Hei ass et interessant, datt net de Coffrage

Visite vum RTL Chantier


(= Schalung) u sech „eropklëmmt“, mä d‘Gerüst op deem e steet.

P.S.: Den Ament waart all Mënsch eigentlech just nach op dem Michel Bichler säin Avis zum Chantier.

Als Stëtze komme „Geilinger-Stëtzen“ zum Asaz. Dës hunn en huele stoolene Kär dee mat engem stoolene Mantel versinn ass. Dëse gëtt mat Beton gefëllt. Vue datt ech als Maschinnebauer keng Ahnung hu vu sou eppes, ginn ech mol dervunner aus, datt se liicht, bëlleg an einfach ze verbaue sinn. Am Zentrum vum Bau stinn dräi grouss Studioen. Hei war et virun allem interessant ze gesinn, wéi iwwregens um ganze Bau, datt immens vill Plaz fir d‘Technik gelooss gëtt. Eng weider Erausfuerderung ass, datt, an éischter Linn, déi verschidde Studioe schalldicht vuneneen ofgetrennt musse sinn.

Schumpi Fotoen: Anouk Godelet

Um Chantier selwer, si mir bis op den 3. Stack geklomm an dunn erof an de Keller, wou mir nach weider Detailer erläutert kruten. Op jiddefalls kënnt emol eng Buedemheizung zum Asaz, wat ech perséinlech eng gutt Iddi fannen. No ronn 2 Stonnen war des duerchaus interessant Visite um Enn a mir soen dem Büro Schroeder et Associés an der Firma Giorgetti villmools Merci fir hir Zäit an déi vill Explikatiounen, déi si ginn hunn.

Visite vum RTL Chantier

bulli Wanter 2014 l 19


Visite vun der Brasserie Nationale Fir d’Joer ofzeschléissen gi mir Samschdes, den 27. Dezember, den Dag vun eiser Assemblée Générale, Moies d’Brasserie Nationale (Bofferding a Battin) kucken. Déi Visite ass eng vun de flottsten a sécher déi sëffegst, déi een zu Lëtzebuerg ka matmaachen. Mir kréie souwuel eppes vun der moderner Anlag erzielt wéi och vun der Geschicht vum Brauen. Duerno gëtt et natierlech nach e gudde Patt, fir dass dat ganzt net ze theoretesch bleift. Weider Informatiounen fann dir op eisem Facebook Event. Umelle kennt dir iech per Mail beim Venant (venant.pirrotte@aneil.lu)


30 Joer ACEL

D’30 Joer Feier vun der ACEL huet de 15. November an der Abtei Neumünster am Gronn statt fonnt. Vun der Aneil war natierlech och eng gréisser Delegatioun vertrueden. (Sou wéi een sech dat erwaart) Et ass u gaang mat enger Table ronde vun Ancien ACEL Presidenten déi iwwer déi verschidden Etappe vun der ACEL an de leschten 30 Joer geschwat hunn. Dëst war relativ interessant, virun allem well en emol konnt gesinn dass déi Situatioun an där mir haut sinn deemools guer net esou selbstverständlech war. D’Bingo Partie war relativ séier eriwwer mee et war trotzdem interessant no ze lauschteren well natierlech och déi eng oder aner Anekdot verzielt ginn ass.

vum alen ACEL Calicot a vum Äisbier. De Calicot huet d’Anouk fir d’Aneil kënne mat heem huelen, fir den Äisbier huet de Steichen, den Heng an de Schumpi gekämpft. Den Äisbier ass schlussendlech ganz knapp un de Schumpi gaang, den op eng Rei Joren Erfahrung kann zréck gräifen an dem seng CoEquipéieren scheinbar am beschte gezielt hunn. Alles an allem war et e gelongenen Owend a Gerüchter iwwer Leit déi et net bis Heem gepackt hunn, anerer déi et relativ fréi Heem gepackt hunn oder och nach Leit déi mat Äisbier op den Tour gaange sinn loosse mer léiwer Gerüchter sinn ;-) Tom Hermes

No der Table ronde ass et dunn un den Éierewäin gaang an duerno war e Gala Iessen fir Studenten a fréier Studenten déi eppes mat der ACEL ze dinn hunn oder haten. D’Iesse war ganz gutt, de Béier an de Wäin waren nach besser, a wat den Owend méi spéit ginn ass, wat d’Gespréicher besser goufen. Natierlech hu mir och misse kucken ob d’Dëscher sech gutt géingen hiewe loossen an zu eisem Erstaunen hunn déi “richteg al” vum “Dësch an d’Luucht” nach näischt héieren. Dat huet se awer net dru gehënnert fir ganz motivéiert mat ze maachen. E besonneschen Highlight war d’Versteeë

22 l bulli Wanter 2014

Fotoen: Charel Huberty

30 Joer ACEL


30 Joer ACEL

bulli Wanter 2014 l 23


Prix Enovos 2014

De 15 November gouf am Forum Da Vinci déi drëtt Editioun vum Prix d’excellence vun der Fondation Enovos iwwerreecht. Dëse Präis belount déi bescht Ofschlossaarbechten am Ingenieursberäich mat engem Präis vun 2500€. D’Missioun vum Prix Enovos wéi en och nach well genannt gëtt, ass net just d’Motivatioun vun den Ingenieursstudenten, mä och d’Promotioun vum Ingenieursstudium a –beruff zu Lëtzebuerg. Mir hunn och bei eis am Land nach ëmmer en Ingenieursmangel, wéi a ville westeuropäesche Länner, an déi aktuell Zuel vu Studenten léisst dorunner keng grouss Ännerung viraussoen. Ausserdeem ass den Ingenieur leider nach ëmmer ze onbekannt an der breeder Populatioun – sief et duerch feelend Präsenz an de Medien, falschen Image wat d’Beruffsbild betrëfft oder wéinst der verzerrter Duerstellung, déi der lëtzebuergescher Wiertschaft nach ëmmer opgedréckt gëtt: Lëtzebuerg ass nach ëmmer eng attraktiv Industrienatioun! Natierlech loosse mer déi “al” Industrie hannert eis, dovunner kann ee jo oft genuch an der Zeitung liesen, mä “New Technologies” si scho laang bei eis am Land ukomm! Dëst bréngt net nëmmen nei Beruffer fir eis, d’Ingenieursstudenten, mä och neie Räichtum a gutt al Stabilitéit zeréck an eis Wiertschaft a Gesellschaft.

24 l bulli Wanter 2014

Hannert dem Prix Enovos steet, ausser natierlech der Fondation Enovos, d’Fondation de Luxembourg, d’ALI an d’ANEIL. D’ALI stellt en Deel vun der Jury, déi all Joer déi schwéier Aufgab huet, déi agereechten Aarbechten ze liesen, ze analyséieren an ze bewäerten. D’Fondation de Luxembourg hëlleft bei der Organisatioun an d’ANEIL këmmert sech drëm, dass d’Studenten partizipéieren an dass d’Präisiwwerreechung klappt an encadréiert gëtt. D’Bewäertung beschränkt sech net op d’Note, déi de vun der Uni kritt, mä beschäftegt sech vill méi mat verschiddene Critèren: Wéi gutt ass d’Aarbecht geschriwwen? Wéivill nei Fuerschung/Entwécklung stécht dran? Huet se e praktesche Charakter? Ass d’Aarbecht sensibiliséiert op aktuell wichteg Themen wéi Ëmweltschutz, Schadstoffverminderung, Effizienzsteigerung, ...? Wéi originell ass se? Dëst Joer hu 6 Leit de Präis gewonnen, dovunner och vill laangjäreg Memberen vun der ANEIL. D’ANEIL gratuléiert de Gewënner a wënscht hinne vill Gléck an hirer berufflecher Zukunft! Fir jiddereen, dee geschwënn um Enn vu sengem Studium ass: och d’nächst Joer wäert et rëm eng Editioun vun dësem prestigiéisen an héich

Prix Enovos


dotéiertem Präis ginn – d’ANEIL informéiert iech mat Zäiten iwwert d’Conditiounen a wou der iech umelle kënnt. Venant Pirrotte Fotoen: Anouk Godelet

Prix Enovos

bulli Wanter 2014 l 25


Enovos embauche Visitez enovos.eu pour les postes vacants.

Energy for today. Caring for tomorrow.


zzzÝdufhoruplwwdoÝfrp

This is us

ufhoru lwwdolvvxsso|lqjvwhhoehdpviru prvwriwkhvn|vfudshuvlqwkhzruogâlqfoxglqj

xperehdpvlqkljkvwuhqjwkudghÏÎvwhhoÝ hduhwkhrqo|frpsdq|lqwkhzruog fdsdeohrisurylglqjwkhvhehdpvÝ

Did you know? Photo credits: Sascha Gusov


Dem Max Muller seng Masteraarbecht Entwécklung vun engem Verfahren zur Bestëmmung vun der Zochfestegkeet vu getränkter textiler Bewehrung ënner Temperatur.

Textilbeton ass hautdesdaags een Baustoff deen ëmmer méi attraktiv gëtt an Unwendungsfelder erschléisst, déi mat klasseschem Stolbeton net realiséierbar wieren. Ech well iech an dësem klengen Artikel deen nach relativ neie Baustoff méi no bréngen mat dem ech mech déi läscht Méint fir meng Masteraarbecht vu mengem Bauingenieursstudium beschäftegt hunn. Vum Tragverhalen hier, funktionéiert Textilonbeton wei Stolbeton. Well Beton nëmme ganz geréng Zuchkräften ophuelen kann, gëtt eng sougenannten Bewehrung an den Beton abetonéiert an als Aufgabe huet, d‘Zuchkräften opzehuelen. Beim Stohlbeton ass des Bewehrung aus Stol an bei Textilbeton aus Konschtstofffaseren. Déi hautdesdaags am meeschten an der Baubranche benotzten Faseren sinn Carbon- a Glasfaseren. Virun allem Carbonfaseren, hunn de Virdeel, dass si anescht wei beim Stol kenger Korrosioun mat der Zäit ausgesat sinn. Fir d‘Korrosioun vu Stolbetonbaudeeler ze vermeiden muss deemno wéieng Klimakonditiounen d’Baudeel ausgesat ass, eng gewësse Mindestbetondeckung gewielt ginn. Dat ass den Ofstand vun der Uewerfläch vum Beton zur Bewehrung. Bei Stolbeton gëtt normalerweis

28 l bulli Wanter 2014

eng Betondeckung vun ongeféier 5 cm gewielt. Bei Faseren dogéint, gi just puer Milimeter néideg fir d’Spannung vum Beton an de Faseren weiderzeleeden. Doduerch loossen sech mat Textilbeton liicht, dënn, filigran a souguer dauerhaft Baudeeler hierstellen weieng mat Stolbeton guer net realiséierbar wieren. Textilbeton ass net ze verwiesselen mat Faserbeton wou einfach während dem Umeschen vum Beton, Faseren wei kleng Nolen mat rangemescht ginn. Beim Textilbeton sinn déi eenzel Filamenter zu engem Bündel zesummengeflochten ginn an duerno mat ënnerschiddlechen Webtechnicken zu enger zweedimensionaler Gitterstruktur verschafft ginn . Am Laf vun vergaangene Fuerschungsprojeten ass an de leeschte Joeren erausfonnt ginn, dass ënner anerem eng Tränkung vun de Faseren mat verschiddene Polymeren zu verbesserten Eegenschaften fiert. Engersaits kann déi maximal Zugtragfähegkeet em méi wei verduebelt ginn am Verglach zu ongetränkten Textilien. Anersaits schützt eng Tränkung Glasfaser-Textilien virun der Alkalitéit (pH=12,5) vum Beton welsch zu engem Festegkeetsverloscht mat der Zäit fiert.


Duerch Tränkung ginn d’Textilien och méi steif a stabil par Rapport zu ongetränkten Faseren. Dëse Virdeel ka benotz ginn fir dräidimensional Formen hierzestellen. Soumat kënne mat getränkten Faseren, geformten Bewehrungen hirgestallt ginn, déi et erméiglechen komplex Baudeeler wei zum Beispill gegliddert Quierschnëtter oder Rahmenecken hierzestellen. Duerch déi reduzéiert Ofmiessungen an déi kleng Betondeckung vun e puer Millimeter, ass vun enger erhéierter Temperatur vun der textiler Bewerhung auszegoen bei enger direkter Sonnenastralung op d’Baudeel. Bei däischteren Uewerflächen kann dëst zu enger Erhéijung vun der Obflächentemperatur vun bis zu 80 °C féieren. Duerch déi geréng Betondeckung kann een dovun ausgoen, dass bei der Bewehrung quasi déi selwecht Temperatur herrscht. Well et bis elo nach keng zefriddestellend Préifmethoden gëtt fir getränkten Formbewehrungen aus Karbon op hier Zugfestegkeet ze préiwen, war et meng Aufgab dëse Problem a menger Masteraarbecht ze léisen. Titel vun der Arabescht war „Entwicklung eines Verfahrens zur Bestimmung der Zugfestigkeit von getränkter

textiler Bewehrung unter Temperatureinfluss“. Fir d’Zuchtragfähegkeet ënner Gebrauchstemperaturen (-20°C bis 80°C) an doriwwer eraus ze erfuerschen, hunn ech an engem éischte Schrëtt ee Prüfopbau entwéckelt mat dem et méiglech war déi zwee Ennen vun engem Faserstrang un der Prüfmaschin ze Verankerung an dobäi d’Textilien ze erhëtzen bzw. ze killen. D’Verformung gouf dobäi mat engem opteschen Messsystem gemooss. De Versuchsoppbau ass op der Foto duergestallt. Duerno hunn ech déi selwecht Textilien aus Kohlenstofffasern just mat zwee verschiddenen Tränkungen op hier maximal Zochkraft gepréift: Enger Epoxidharztränkung an enger StyrolButadien-Tränkenung. Duerch déi entwéckelt Préifmethoden konnt ech den Festegkeetsverloscht bei verschiddenen Temperaturen festzestellen, sou ewei dat ënnerschiddlecht Verhalen vun den zwee Tränkungspolymeren mateneen vergläichen. A mengen Versich hunn ech Versich bis deelweis 150°C duerchgefouert. Wat iwwert dësen Temperaturen geschitt muss an zukünftegen

Fuerschungen an engem Héigtemperaturuewen bestëmmt ginn. Hei kennen dann déi wichteg Erkenntnisser iwwert Tragfähegkeet a Verformung an engem Brandfall vu virgeformten Textilien gewonnen ginn. Ech hoffen ech konnt iech mat dësem Artikel een klengen Abléck ginn an meng Fuerschungsaarbecht iwwert den Verbundwerstoff Textilbeton ginn, deen an Zukunft jee no Uwendungsberäich mat Sécherheet wäert seng Virdeeler am Verglach zum Stolbeton behalen. Max Muller Fotoen: Max Muller

bulli Wanter 2014 l 29


COMPETENCES + CRE ATIVIT Y = INNOVATION • Global leader in Ironmaking Technologies – Construction of complete blast furnaces, coke ovens, sinter and recycling plants – Advanced environmental protection technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com

SAF E T Y S IED

TEM YS

Visit our website www.paulwurth.com

CERT IF

Paul Wurth S.A. – Human Resources 32, rue d’Alsace • L-1122 LUXEMBOURG • Tel.: (+352) 4970–2251 VCA**

ISO 9001 ISO 14001 BUREAU VERITAS Certification

VINCOTTE

N° BXL 05000141 / N° BEL BXL 153669


Visite vun der Europäescher Investitiounsbank De Comité freet sech Iech elo schonn op déi eicht Visite vum Joer 2015, bei der EIB, invitéieren ze dierfen. Dës Visite wäert Freides Nomëttes, den 23. Januar, stattfannen. D’Europäesch Investitiounsbank, kuerz EIB, gëtt als Finanzéierung’s Instrument vun der EU ugesinn. Si ënnerstëtzt Projete déi ënnert anerem zum Wuesstem an der regionaler Zesummenaarbecht innerhalb den europäeschen Länner bäidroen. Wéini

Freides, den 23. Januar

Wou

Kierchbierg (virun der EIB)

Weider Detailer kommen geschwënn. Umelle kennt dir iech per Mail beim Venant (venant.pirrotte@aneil.lu) Mir freeën eis Iech bei dëser Visite begréissen ze dierfen!


Réckbléck


2014


D‘ANEIL wënscht all hire Memberen, Sponsoren a Frënn schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer 2015. Mir freeën eis drop, iech 2015 erëm ze gesinn.


Bulli Wanter 2014 online  
Bulli Wanter 2014 online  
Advertisement