Page 1

bulli

Hierscht 2014

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2014 4 Summerevent8 Invitatioun op d‘Foire de l‘étudiant 16 Studieninformatiounen  17 Interview mam Venant 19 Invitatioun op den RTL Chantier 21 Invitatioun op de „Prix d‘excellence 2014“ 23

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Anouk Godelet; Christian Kremer; Venant Pirrotte; Michel Schon Chefredakter: Anouk Godelet Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover Foto: © Isabelle Saint-Antoine Drock: Imprimerie Centrale

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 430 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

2 l bulli Hierscht 2014

Iwwersiicht an Impressum


Virwuert

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, De Summer verléisst eis sou lues awer sécher, d’Semester huet rëm ugefaang a mir erhuelen eis vun der REEL – et ass Zäit fir den Hierscht Bulli. Dës Kéier mat engem Virwuert vu mir, de Phons ass on Tour duerch Asien; wuel verdéngt no senger gudder Ofschlossaarbecht. Am Summer war et bekanntlech méi roueg mat den Aktivitéiten vun der ANEIL, déi verschidden Uni Kalenneren wat Exame betrëfft maachen et schwéier, e gudden Datum ze fannen. Trotzdem hu mer eng gutt Rëtsch Leit mobiliséiert kritt fir mat op eise Summerevent ze kommen an eng Stad nei ze entdecken – EIS Stad Lëtzebuerg. No engem interessanten Tour duerch manner bekannte Kasematten hu mer de Kierchbierg nei entdeckt, souwuel am makroskopeschen zesumme mam Fonds du Kirchberg wéi och vun noem am Centre de Conférences. Dëst war rëm e flotten Dag mat interessante Visiten, guddem Iessen a feine Leit...definitiv net ze verpassen. Hannert de Kulissen vum Comité gouf awer wäitaus méi geschafft wéi just um Summerevent. E puer läscht Studieninfos a Lycéeë si virbereet an ofgehale ginn, mat groussem Succès. D’Virbereedungen fir d’Foire de l’étudiant lafen op

Virwuert

Héichtouren, an iwwerhaapt gëtt déi 2. Woch am November eng wichteg Woch fir d’ANEIL an hier Memberen: Nodeems mer den 13. a 14. d’ANEIL op der Foire vertrieden (hei freeë mir eis iwwer all Member deen eng Hand wëll upaken), iwwerreeche mir zesumme mat der Fondation Enovos an der ALI de 15. November rëm de Prix d’excellence fir déi bescht Ofschlossaarbechten. Fir dass deen Event net sou alleng do steet hu mer fir de Recht vum Dag Visiten an Iesse geplangt, an Owes ass jo och nach d’30 Joer Feier vun der ACEL... de studentesche Kalenner ass also gutt gefëllt. Iwwerdeems mir lo ufänken d’AG vum 27.12, e puer läscht Visiten an och schonn 2015 vir ze bereeden, wënschen ech iech all eng gutt Rentrée, e schéinen Hierscht a vill Spaass mat dësem Bulli. Äre Vize Venant

Foto: Venant Pirrotte

bulli Hierscht 2014 l 3


Comité 2014 Eric Gonderinger

Venant Pirrotte

Oochen Maschinnebau

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

eric.gonderinger@aneil.lu

venant.pirrotte@aneil.lu

Tom Steichen

Michel Schon

Oochen Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 621 78 62 65 +49 151 28 30 02 65

+352 691 689 246 +49 176 96 41 17 35

tom.steichen@aneil.lu

michel.schon@aneil.lu

Hugo Simões Martins

Gilles Nies

Lëtzebuerg Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 621 59 89 42

+352 691 69 45 61 +49 157 75 16 84 21

hugo.simoes@aneil.lu

gilles.nies@aneil.lu

Max Schmitz

Anouk Godelet

Zürich Maschinnebau

Frankfurt Architektur

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

+352 691 74 81 92 +49 157 85 53 59 77

max.schmitz@aneil.lu

anouk.godelet@aneil.lu

Florian Pfleiderer

Thom Ackermann

Zürich Maschinnebau

Zürich Maschinnebau

+352 621 700 063 +41 78 819 36 05

+41 78 70 77 339

florian.pfleiderer@aneil.lu

thom.ackermann@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Information

Responsable Publications

Partenaires & Table ronde

4 l bulli Hierscht 2014

Vice-Président & Visites

Trésorier

Responsable Foire

Responsable Publications

Partenaires & Table ronde

Comité 2014


Luc Lanners

Yves Duhr

Freiburg Embedded Systems Engineering

Oochen Informatik

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

+352 621 483 134 +49 178 89 29 370

luc.lanners@aneil.lu

yves.duhr@aneil.lu

Site Internet

Philippe Theisen CooptĂŠ Information Oochen Bauingenieur +352 691 881 549 +49 176 551 963 32 philippe.theisen@aneil.lu

CooptĂŠ Site Internet


Visite vum RTL Chantier mat Schroeder & Associés Samschdes de 15. November gi mir Moies, virun der Iwwerreechung vum „Prix d’Exellence de la Fondation Enovos”, zesummen mat Schroeder & Associés de Chantier vum neien RTL Headquarter um Kierchbierg kucken. Duerno fuere mir zesummen an de Forum Da Vinci fir eis Kollegen ze feieren, déi dëst Joer e Präis kruten. Wéini

15 November um 9:00

Wou

Kierchbierg (Detailer komme no)

Wat

Chantier RTL mat Schroeder & Associés

Umelle kennt dir iech per Mail beim Venant (venant.pirrotte@aneil.lu)


Summerevent: Kasematten

Den Ufank vun eisem Summerevent dëst Joer an der Stad war eng kleng Rees duerch d’Geschicht: zesumme mat engem super Guide vun de “Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg“ si mer vum INS bis ganz erof an de Gronn getrëppelt. Lass gaang ass et wéi gesot beim INS op dem Rumm-Plateau. Hei gouf am 17 Jh. de Plateau befestegt, fir den Accès vun Tréier aus an d’Stad ze kontrolléieren. Deeler déi een haut nach gesäit sinn e Gebai vum Fort Rumigny, an deem d’Frënn vun der Festungsgeschicht hire Bureau hunn, an de Polfermagaséng, an deem den INS haut e Sportsall huet. Nodeems mer eng schnell Aféierung kruten iwwer witzeg Anekdoten, wichteg Datumen, Ursprong vu ville lëtzebuergesche Wieder an der allgemenger Geschicht vun der Stad Lëtzebuerg (méi wéi op dës puer Säite passe géif!) si mer an déi éischt Kasematte geklommen. Eise Guide hat hei scho Käerzen opgestallt, sou dass mer eis alleng konnte viru beweege – eng beandrockend Erfahrung! Erauskomm si mer e puer Stäck ënnert dem INS bei der Eisebunnsbréck vun der Linn Lëtzebuerg – Léck. Am Hannergrond hate mer riets d’rout Bréck an den Huelen Zant, a virun eis loung d’Tréierer Part mat

8 l bulli Hierscht 2014

den Tierm aus dem Mëttelalter. Richtung Tréierer Part ass et ville Leit dunn och rëm kloer ginn, wou mer waren, hei konnt ee sech an der Zäit gutt parke wann een a Clause gaang ass. Do wou laang e grousse Renovatiouns-Chantier war, ass elo e schickt Altersheem, genannt “op der Rhum”. Dës fréier Kasär vum Rumm Plateau war scho laang an engem sozialen Déngscht, ugefaangen um Enn vum 19 Jh. wou hei e Kannerheem war. Kuerz dono ass d’Missioun erweidert ginn, sou dass sech hei d’Schwëstere souwuel ëm Kanner, al Leit a krank Leit gekëmmert hunn – en Hospiz halt. Ënnert de Schwëstere war sou munches och nach e bësse méi rau hei, wéi eis eise Guide, e fréiere Gendaarm, mat e puer Geschichten ënnerleeë konnt. Vum Plateau beim Altersheem aus ass et rëm ënnert de Buedem gaang a mir si laanscht de Buer, dee Waasser aus dem Gronn erop bruecht huet, weider Kasematten erofgeklommen. Dobäi hu mer nieft enger extrem seelener Spannenzort vill Spuere gesinn, wéi dës al Befestegungen an Tunnellen och nach rezent benotzt goufen – Archiver, Büroen, Wäikeller, Gasschutzbunker, ... sou richteg eppes domatter wëssen unzefänke schéngt awer nëmmen d’Spuerkeess ënnert hirem Siège (dat ass awer fir

Summerevent: Kasematten


eng aner Visite). Nodeems mer nach e besonnescht schéint Exemplar vun där seltener Spann gesinn hunn, déi anscheinend just bei eis an de Kasematten an nach op enger anerer Plaz an Europa lieft, si mer zu enger schwéierer Eisendier rausgetrollt – a stounge bemol schif vis-a-vis vum Scotts! Eist Mëttegiessen am Fragolino war dunn och net méi sou wäit ewech. Op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci un de Cél(estin) Kremer, deen dës Visiten éierenamtlech ubitt. Kuckt op www.ffgl.lu wéini rëm eppes leeft oder bucht selwer eng Kéier en Tour mat him fir äre Veräin oder Groussfamill – de Kremer muss een erlieft hunn, a wann een nëmmen 10% vun deem verhält, wat en erzielt, huet ee scho vill geléiert an engem Dag! Venant Pirrotte

Fotoen: Anouk Godelet, Venant Pirrotte

Summerevent: Kasematten

bulli Hierscht 2014 l 9


«Chez CERATIZIT, nous développons des solutions intelligentes pour le futur et j’ai l’occasion de contribuer à cette réussite.» Cédric Rossignon, 33

Tu veux faire la différence? Rejoins-nous et forge ton futur en tant que stagiaire ou diplômé! Notre monde est celui de la métallurgie des poudres et notre diversité, un challenge permanent. Contribue à ce que CERATIZIT continue d’être présent là où les matériaux durs comptent vraiment. Intègre l’une de nos jeunes équipes, assume des missions exigeantes, exerce une fonction de responsabilité tout en bénéficiant d’une marge de manœuvre importante et de plusieurs offres de formation continue. Informe-toi sur notre site jobs.ceratizit.com/fr et dépose ta candidature en ligne.


Summerevent: Fonds du Kirchberg

No enger flotter Entdeckungsrees an d‘lëtzebuerger Ënnerwelt an engem kulinaresche Gaumenschmauss, si mir zesummen op de Kierchbierg gefuer fir eng Visite beim Fonds du Kirchberg ze maachen. D‘Madame Marianne Brausch huet eis an Ëmfang geholl an eis eng interessant Presentatioun iwwert d‘Aufgaben vum Fonds du Kirchberg gehaalen. Sou si mir ënnert anerem gewuer ginn, dass de Fonds du Kirchberg nëmmen sou laang besteet bis all Projeten um Kierchbierg ofgeschloss sinn. Mir kruten déi eenzel Quartieren, d‘Geschicht an d‘Entwécklung vum Kierchbierg ausféierlech erkläert. Dëse war am Ufank e rengen 365 Hektar groussen Territoire Agricole. De Stad huet deen 1961 erworb a beschloss hei di nei europäesch Institutiounen unzesidelen. Mat der Konstruktioun vun der Rouder Bréck 1963, gouf de Kierchbierg dunn direkt mat der Stad verbonnen. Nieft de Gebaier vun der EU, ass de Plateau an den 90er Joren och ëmmer méi interessant fir Banke wéi Deutsche Bank oder HypoVereinsbank ginn, a mat der Zäit hu sech ëmmer méi Finanz- a Wirtschaftsfirmen do niddergelooss. De Kierchbierg huet sech ënnert der Regie vum

Summerevent: Fonds du Kirchberg

Fonds du Kirchberg stänneg weiderentwéckelt an ass Haut mat sengen EU Institutiounen (dem europäesche Geriichtshaff, der EIB,..) de ville Banken awer och de Kulturinstitutiounen (MUDAM, Philharmonie,...), Freizeitariichtungen (d’Coque, Utopolis,...) sou ewéi ëmmer méi Wunnengen e wichtegen urbane Standuert zu Lëtzebuerg ginn. Dobäi ass de Projet nach laang net ofgeschloss an de Kierchbierg gëtt weiderhin a verschiddene Phasen weiderentwéckelt, ee Beispill wär d‘Ubannung vum Tram. No der informativer Presentatioun, hu mir zesumme mat der Madame Brausch nach en Tour mam Bus iwwert de Kierchbierg gemaach. Mir sinn an déi eenzel Quartiere vum Kierchbierg gefuer a kruten ënnerschiddlech Plazen sou ewéi Projete gewisen an erkläert, déi momentan geplangt ginn, wei zum Beispill de Chantier vun der neier Bibliothéik. Ofgeschloss hu mir d‘Sightseeing Tour op der Place de l‘Europe, wou mir eis mat den Architekten vun Architecture & Environnement getraff hu fir den neie Centre de Conférences ze maachen. Christian Kremer Fotoen: Anouk Godelet, Venant Pirrotte

bulli Hierscht 2014 l 11


2, rue des Sapins L-2513 Senningerberg T. 34 90 90 best@best.lu www.best.lu

is recruting. Send us your application with a cover letter.

guaranteed.

SUCCESS

BEST is a full service engineering and consulting group wih over 120 talented and technically advanced team members


Summerevent: Centre de Conférences

Am Uschloss un eng interessant Féierung iwwert de Kierchbierg stoung déi lëscht Visite, de Centre de Conférences, um Programm vun eisem Summerevent. All Joer ginn hei 3 Sessiounen (Abrëll, Juni an Oktober) vum Conseil de l’Union européenne ofgehalen. Am Ufank sollt d’Gebai just fir EUSëtzunge gebaut ginn, mëttlerweil kann de Komplex awer och fir aner Evenementer benotzt ginn. Dëst ass net jidderengem bekannt an och eemoleg an Europa. Eis zwee Guiden vum Luxembourg Congrès, d’Madame Voss an den Herr Fournel, souwéi ee vun de responsabelen Architekten vum Projet, den Herr Dubuisson vun Architecture et Environnement, hunn eis am prestigiéisen (2600 m2) Foyer emfaangen. Aus architektonescher Siicht steet op der Place de l’Europe um Kierchbierg ee renovéiert 22 stäckegt Héichhaus aus de 60er Jore mat enger virdru gesaten 300 Meter laanger voll verglaster Fassade déi deen ënneschten Deel vum Tuerm iwwer 2 Etagen, ronn 12 Meter, ëmgëtt.

14 l bulli Hierscht 2014

D’Renovatioun vum „Héichhaus“ an d’Extensiounsaarbechten vum Centre de Conférences goufen an zwou Phasen tëscht 2002 an 2012 duerchgefouert. Un der éischter Embauphase hu sech den Architektebüro Schemel & Wirtz (LU) zesumme mat Jourdan & Müller PAS (DE) bedeelegt. Déi zweet Embaumoossnahmen, an der ee weidere Konferenzsall an ee Pressezenter gebaut goufen, si vum lëtzebuerger Büro Architecture et Environnement geplangt ginn. No dëser informativer Aleedung si mir duerch dee laangen duerchliichte Couloire bis bei een ovalen aus Holz verkleete Raum gaangen. Dëse grousse Konferenzsall, dee fir d’Sëtzunge vun der Europäescher Union geduecht ass, huet eng Kapazitéit vu max. 800 Persounen. Ob zwou Aart a Weise kann de Sall benotzt ginn - a Sëtzform „Schoul“ (450 Leit) oder an Theaterform (800 Persounen). Den Interieur ass mat héichwäertegem Nossholz verkleet an hannert enger gekrëmmter Verglasung befannen sech ob zwou Etagen 28 Dolmetschercabinnen. Een interessante Punkt war virun allem déi héich modern Beliichtungs- an Tountechnik déi hei installéiert gouf. Et gëtt och nach en zweeten, méi klengen, Konferenzsall dee genee sou ageriicht ass wei deen Éischten.

Summerevent: Centre de Conférences


Duerno si mir bis un de Schluss vum Foyer gaang, bei de Restaurant „La Table du Belvédère“, deen och vum Public benotzt däerf ginn, an e separate Sall fir 120 Plazen huet. Hei krute mir vun der Madame Voss déi verschidden Aufgaben vum lëtzebuerger Kongress méi no bruecht. Dorënner gehéiert d’Gestioun vum Gebai, d’Organisatioun vu verschiddene Manifestatioune wei Kongresser, Expositiounen oder Gala Owender a net ze vergiessen d’Visite Guideën fir de Public.

Um éischte Stack si mir als éischt laanscht eng laang schwaarz Figur gelaf, engem Comptoire mat ugebonnenen Sëtzplaze, ier mir zwee zousätzlech Säll mat max. 380 Plazen fir Konferenzen oder Débaten (D an E) gewise kruten. De Sall D gouf am 70er Jore Stil ageriicht an huet en direkten Accès zu enger moderner Bar.

Luxembourg Congrès an dem Myriam Olinger mat sengem Architektebüro villmools Merci fir déi flott an informativ Visite soen. No dësen eenzegaartegen Ablécker an déi verschidde Konferenz - a Pressesäll si mir fir en Apéro an d’Coco Mango Bar an de Sofitel gaangen. Mat enger herrlecher Vue ob d’Stad, Designer-Cocktailer a bequeme Fotellen konnte mir no engem gutt gefëllte Programm e bëssen entspanen. Bei engem ofschléissende gudden Iessen an enger delikater

alkoholescher Stäerkung ob der Terrasse vum Bosso hu mir an engem klenge Grupp d‘Summerevent nach eemol Revue passéiere gelooss. Anouk Godelet

Nodeems mir déi ënnerschiddlech Konferenzsäll gesinn hunn, si mir ob den Niveau -2 gaangen. Hei gëtt et ee grousse Sall (deen duerch eng Schibedier gedeelt ka ginn) mat zwee ovalen Dëscher ob deenen 100 Ministeren gläichzäiteg iessen a schaffe kennen. Dëst war beandrockend well mir a sou enger Form nach kee Restaurant gesinn haten. Den Herr Dubuisson huet eis och nach dat nohaltegt Konzept erkläert dat mat Hëllef vun Nuechtkillung, enger effizienter Isolatioun an dem Uschloss un d’Blockheizkraftwerk funktionéiert fir esou den Energieverbrauch ze miniméieren. Schlussendlech ass et an de Pressezenter gaangen. Hei ginn et 33 Briefingssäll fir déi eenzel Natiounen an ee grousse Presseraum fir 500 Persounen. Ob dëser Plaz wollt ech eisen zwee Guiden vum

Summerevent: Centre de Conférences

Fotoen: Anouk Godelet, Dan Lux, Venant Pirrotte

bulli Hierscht 2014 l 15


Foire de l’étudiant 2014 Ob der 28e Editioun vun der Foire de l’Etudiant dréint sech alles em d’Thema Medecine a Santé. Wéini

13. a 14. November 2014 Donneschdes vun 09:00 bis 20:00 Freides vun 09:00 bis 18:00

Wou

Luxexpo

D’Aneil ass och dëst Joer erëm mat engem eegene Stand vertrueden fir d’Schüler iwwer de Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Eng kleng Attraktioun hu mir och scho fir iech virbereed, loosst iech déi net entgoen ! Weider Informatioune fann dir ënnert www.foiredeletudiant.lu


De Venant am Interview mam Lëtzebuerger Journal Sven Wohl, Lëtzebuerger Journal: Was sind die Aufgaben und Aktivitäten der ANEIL? Venant Pirrotte, ANEIL: Die ANEIL wurde 1958 als Interessensvertreter der luxemburgischen Ingenieursstudenten gegründet. Die Hauptaufgaben unseres Studentenvereins sind die Representation unserer Mitglieder in der Politik, Wirtschaft und Presse, die Orientierung von Schülern aus den Gymnasien, die sich für von uns vertretene Studiengänge interessieren und das Organisieren von Veranstaltungen für unsere Mitglieder. Unser Zielpublikum sind luxemburgische Studenten die, unabhängig in welcher Universitätsstadt, einen Studiengang der Ingenieurswissenschaften, Naturwissenschaften, Technik oder Architektur belegen. Unsere Aktivitäten umfassen unter anderem mehrere Industriebesichtigungen pro Jahr, Studienreisen, Informationsveranstaltungen in Gymnasien und die Organisation des Prix d‘Excellence zusammen mit der Fondation Enovos und der ALI. Unsere wichtigste Veranstaltung findet jedes Jahr an Karfreitag statt: nach einer Industriebesichtigung am Morgen und einem gemeinsamen Mittagessen geben wir Vertretern aus der luxemburgischen Wirtschaft und unseren Mitgliedern die Möglichkeit in unserem Hauptsitz wertvolle Bekanntschaften zu schließen; bereits so mancher Student hat hier ein Praktikum gefunden oder sogar seinen zukünftigen Arbeitgeber kennengelernt! Sven Wohl: Wie steht es um den Ingenieursstudiengang insgesamt? Erfreut er sich einer großen Beliebtheit bei den (luxemburgischen) Studenten? Venant Pirrotte: Luxemburg hat genau wie seine Nachbarländer einen konkreten Ingenieursmangel. Die aktuelle Anzahl der Ingenieursstudenten werden

18 l bulli Hierscht 2014

diesen Bedarf wahrscheinlich auch in Zukunft nicht decken können. Die Gründe hierfür sind sehr unterschiedlicher Natur. Viele Schüler wissen z.B. schlichtweg nicht was ein Ingenieur ist; es fällt auf, dass viele Ingenieursstudenten bereits im familiären Umfeld mit dem Ingenieursberuf in Kontakt getreten sind und sich aus dieser Quelle informiert haben. Ein weiteres Problem ist die weitläufige Meinung, dass Luxemburg keine Ingenieure braucht; sehr viele Luxemburger sind sich nicht bewusst, wie stark die Industrie in unserem Land vertreten ist, sowohl vom Produktionsvolumen wie auch von der Innovationskraft her. Ein weiteres großes Problem, welches auch die verhältnismäßig große Anzahl an Studenten in den Bereichen Wirtschaftswissenschaften und Jura erklärt, ist der vermeintliche Mangel an Prestige des Ingenieurberufs. Viele Leute sind sich nicht der Vielseitigkeit des Ingenieurstudiums und -berufs bewusst. Ingenieure werden in allen Lebensbereichen und Positionen benötigt und eingesetzt, von der Forschung über die Wirtschaft bis hin zum Management; Ingenieure sind Führungskräfte! Diese Probleme werden von der ANEIL durch gezielte Informationskampagnen bekämpft, und ich erwarte, dass sich in den nächsten Jahren das Bild des Ingenieurs in Luxemburg verbessern wird und deutlicher in der öffentlichen Wahrnehmung auftreten wird. Sven Wohl: Was Herausforderungen Fachbereichs?

sind die für die

aktuell größten Studenten des

Venant Pirrotte: Die Jobsuche von Absolventen gestaltet sich meistens recht einfach, und auch sonst steht man nach dem Studium mit einem soliden und gut einsetzbaren Abschluss da. Während


des Studiums offenbaren sich jedoch für viele Studenten einige große Hürden: der allgemeine Schwierigkeitsgrad ist in den sogenannten MINT (Mathematik, Informatik, Naturwissenschaften und Technik) Studiengängen recht hoch, und der zum Teil hohe Leistungsdruck hervorgehoben durch die mehr oder weniger schlechte Umstellung auf das Bachelor/Master System an manchen Universitäten macht vielen Studenten zu schaffen. Auch die Anerkennung der Gleichwertigkeit von

mangelndem Interesse an diesen Studiengebieten zu erklären. Fast jede Universität in Europa hat spezielle Programme, um Schülerinnen an die Welt der Technik heranzuführen und es existieren keine Hürden, die Frauen in den Studiengängen schlechter behandeln würden als Männer. Im modernen Europa des 21 Jahrhunderts gibt es keine Vorbehalte mehr zu Frauen in der Technikwelt, und besonders in akademischen Kreisen von Ingenieuren und Naturwissenschaftlern

Bachelor/Master Abschlüssen von Hochschulen und Universitäten ist nicht immer gewährleistet.

herrscht eine rationale Grundstimmung, in der Leistung, Können und zwischenmenschliche Fähigkeiten wichtiger sind als Geschlecht, Nationalität, Hautfarbe, Religion oder Sexualität.

Politisch sind unsere Mitglieder natürlich auch von den Kürzungen der luxemburgischen Studienbeihilfe betroffen, aber auch ausländische Entscheidungen haben Einfluss auf uns; z.B. hat die Einführung des gesetzlichen Mindestlohns in Deutschland, der sich auch auf freiwillige Praktika bezieht, bewirkt, dass es schwieriger wurde den wichtigen Blick in die Praxis zu werfen. Abgesehen von diesen Problemen, die auch viele andere Studiengänge betreffen, ist das Ingenieurs­ - und Naturwissenschaftsstudium eine gute Wahl mit vielen motivierenden Erfolgsmomenten.

Venant Pirrotte
 Vizepräsident ANEIL a.s.b.l.
 Student Wirtschaftsingenieurwesen University of applied sciences Kaiserslautern

Sven Wohl: Wie sieht es mit der Geschlechterquote aus: Sind Frauen immer noch in der Minderheit oder gleicht sich das mittlerweile aus? Venant Pirrotte: Frauen sind immer noch eine Minderheit in den klassischen Ingenieurstudiengängen wie Maschinenbau, Elektrotechnik und Informatik. In Studiengängen wie Architektur, Biologie, Chemie oder Wirtschaftsingenieurwesen steigt die Frauenquote.
 Meiner Meinung nach ist der Mangel an Frauen hauptsächlich am

bulli Hierscht 2014 l 19


Studieninformatiounen

D’Aneil gouf den 10. Oktober invitéiert fir de Schüler aus dem Lycée Classique vun Iechternach am Kader vun enger Studenten Info de Studium wéi och de Beruff vum Ingenieur méi no ze bréngen. Nieft dem Tom Steichen an dem Michel Schon vun der Aneil war de Clifton Cano och present fir d’ACEL kuerz virzestellen. Nodeems de Spigelsall vum LCE sech mat de Schüler vun der 1ière an 2ième aus de Sectioune B (mathématiques et informatique) a C (sciences naturelles et mathématiques) gefëllt huet, konnt den Tom mat senger Presentatioun ufänken. An der Presentatioun, déi sech staark un der Publikatioun “Let‘s Engineer” orientéiert huet, kruten d’Schüler erkläert wat een Ingenieur ass a spéider a sengem Beruff mécht. Donieft kruten d’Schüler och erkläert wéi eng verschidden “Ingenieuren” et ginn, vum Architekt bis zum Wirtschaftsingenieur. Besonnesch d’ Opdeelung vun den eenzelnen Ingenieursstudiegäng an d’Universitéitsstied, hunn d’Schüler interesséiert. Wéi bei all Virstellung ass de Schock grouss wa gezielt gëtt dat een an der Moyenne méi wéi 5 Joer wäert studéieren, mee den Tom huet dorops hi schnell erkläert dat studéieren natierlech och Spaass mécht, wat d’Schüler dunn

20 l bulli Hierscht 2014

rëm berouegt huet. No der Presentatioun vun der Aneil huet de Clifton d’ACEL virgestallt. Hei war den Interessi besonnesch grouss wéi et iwwert d’Changementer vun der Bourse gaangen ass. Des Studenten Info war e grousse Succès, d’Schüler ware ganz interesséiert an d‘Brochure “Let‘s Engineer” ass och ganz gutt bei hinnen ukomm. D’Enseignanten ware begeeschtert dat Studente sech an hirer Fräizäit Zäit huele fir Schüler ze informéieren an esou scho virun hirem Studium kënnen hëllefen. Michel Schon

Fotoen: Michel Schon

Studieninformatiounen


COMPETENCES + CRE ATIVIT Y = INNOVATION • Global leader in Ironmaking Technologies – Construction of complete blast furnaces, coke ovens, sinter and recycling plants – Advanced environmental protection technologies • Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com

S AF E T Y S IED

TEM YS

Visit our website www.paulwurth.com

CERT IF

Paul Wurth S.A. – Human Resources 32, rue d’Alsace • L-1122 LUXEMBOURG • Tel.: (+352) 4970–2251 VCA**

ISO 9001 ISO 14001 BUREAU VERITAS Certification

VINCOTTE

N° BXL 05000141 / N° BEL BXL 153669


Enovos embauche Visitez enovos.eu pour les postes vacants.

Energy for today. Caring for tomorrow.


Prix d’Excellence de la Fondation Enovos

D’Fondation Enovos, d’ALI an d’ANEIL invitéieren iech häerzlech ob déi 3. Editioun fir d’Iwwerreechung vum „Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”. Wéini Wou

Programm 11:00 12:00 12:15

15. November 2014 Forum Da Vinci 6, bd Grand-Ducale Charlotte L-1330 Luxembourg Mot de Bienvenue an Diskussiounsronn Präisiwwerreechung Receptioun

Wat ass de Prix Enovos D’Fondation Enovos, ënnert dem Patronat vun der Fondation de Luxembourg, gouf 2010 gegrënnt mat dem Ziel d’Ausblildungs- a Beruffschancen vun den Ingenieuren ze optiméieren. A Coopératioun mat der ALI an der ANEIL, lancéiert d’Fondation Enovos all Joer ee Concours, de “Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”, fir rezent Ingenieurabsolventen ze belounen. Déi beschte Masteraarbechte gi mat engem Präisgeld vun 2500€ dotéiert. Weider Informatioune fann dir ënnert www.fondation-enovos.eu.


Bulli Hierscht 2014 online  
Bulli Hierscht 2014 online  
Advertisement