Page 1

bulli

Summer 2014

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2014 6 Table Ronde 2014 8 Visite bei der Post 11 EYE 2014@Sarajevo 12 Rees op Frankfurt am Main 16 D‘ANEIL - däi Veräin 23

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Thom Ackermann; Valérie Cornu; Anouk Godelet; Christian Kremer; Eric Gonderinger; Dan Lux; Venant Pirrotte; Michel Schon; Hugo Simões Martins Chefredakter: Anouk Godelet Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover Foto: © Stephanie Bartol Drock: Imprimerie Centrale

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 430 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

2 l bulli Summer 2014

Iwwersiicht an Impressum


Virwuert

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, et freet mech iech déi zweet Editioun vum Bulli am Joer 2014 kënnen ze presentéieren. Wéi ëmmer huet de Comité zënter Abrëll rëm eng ganz Rei interessant Aktivitéiten a Visite organiséiert, iwwer déi dir op den nächste Säiten e bësse méi gewuer wäert ginn. Ugefangen hu mer op Karfreideg mat enger flotter Visite bei der Post, wou mir fir d'éischt den Headquarter op der Cloche d´Or besicht hunn, an duerno weider op d'Gare gefuer sinn, an ee vun der Post hire gréissten Data-Centren. Zum Schluss hu mir dann nach e sympatheschen Apero mat Schnittercher am Post-Musée servéiert kritt. No dëser Visite stoung dunn am Forum daVinci eis traditionell Table Ronde um Programm, déi mir jo all Joer organiséieren, an déi och dëst Joer rëm en Erfolleg op der ganzer Linn war. De Comité huet sech ganz staark driwwer gefreet, datt nieft enger ganzer Rei vun treie Partnerentreprisen, déi vun der Geleeënheet profitéiert hu fir sech bei de Studente virzestellen, och rëm souvill aner Leit de Wee an de Forum daVinci fonnt haten. Déi héich Zuel vun Interesséierten ass fir äis ee wichtegt Zeechen, datt Virwuert

eis Table Ronde och no sou vill Joer nach ëmmer en héije Stellewäert souwuel bei den Entreprisen wéi och bei de Studenten huet. Ofgeronnt hu mir deen Dag schliisslech mat eisem traditionelle Fräibéier, fir dee mir dëst Joer an den Liquid am Gronn gaange waren, wou mir eis Membere mat räichlech Béier versuergt hunn. E weidere Summer-Highlight war eis éischt Rees vum Joer, wou et äis dëst Joer an d'Unisstad vum Anouk, déi wonnerschéi Finanz- an Bankemetropol Frankfurt-am-Main verschloen hat. Do hu mir 4 flott an ofwiesslungsräich Deeg verbruecht. Och wann d'Participatioun mat 9 Leit dach e bëssen niddereg ausgefall war, sollt dat äis awer net dervun ofhale fir eng ganz Rei interessant Visitten ze maachen. Ugefaangen hu mir mat enger vun de berühmtesten Institutioune vu Frankfurt, der Frankfurter Börse, wou mir e.a. och e Bléck op den Handelssall mat den honnerte vu Bildschiermer a Panneauen hunn duerfe werfen. Nieft vill Sightseeing vun der Alstad, dem Finanzdistrikt an der Akafsstrooss, hu mir och nach zwou aner Attraktioune vu Frankfurt kennegeléiert. Engersäits hate mir d'Chance, de Sonnenënnergang iwwer Frankfurt vun der Aussiichtsplattform um Maintower aus kënnen ze bewonneren, vu wou aus een eng wonnerschéi Vue iwwert déi ganz Stad gebuede kritt. Anerersäits hu mir äis et net huele gelooss en Tour mam Ebbelwoi-Express bulli Summer 2014 l 3


ze fueren, deen äis op déi wichtegst Plaze vu Frankfurt gefouert huet, an an deem mir gläichzäiteg och nach d'Méiglechkeet haten, dee gudde Frankfurter Äppelwäin ze schmaachen. E weideren Highlight war da ganz sécher eis Visite an der Commerzbank-arena, wou eng vun de gréissten LED-Leinwänn vun der Welt (400 m2) opgeriicht war, a wou mir bei engem vun de gréisste Public-Viewingen a ganz Däitschland derbäi konnte sinn, an esou äis däitsch Kollegen gebührend konnte bestaunen.

Ech hoffen och, datt déi betraffe Leit ennert iech dru geduecht hunn, hire Mémoire fir de Prix d'Excellence vun der Fondatioun ENOVOS eranzeschécken, a sech esou eng Chance op 2500 € Präisgeld opgehalen hunn. Alle Participante wënschen ech heifir vun dëser Plaz aus "bonne chance".

Nieft de Berichter iwwer déi hei virdru beschriwwen Evenementer fannt dir dann an dësem Bulli och nach en aneren interessanten Artikel, nämlech dem Venant säin Tripp op Sarajevo, am Kader vun der EYE-Conference.

Am Numm vum ganze Comité wënschen ech iech vill Spaass mat dëser Editioun vum Bulli, vill Gléck an den Examen, déi nach virun iech leien a selbstverständlech e schéinen an erhuelsame Summer.

Och wann d´Semesterferien elo ugefaangen hunn, heescht dat awer net, datt de Comité sech elo géif zur Rou setzen. Mir si grad amgaang un der Organisatioun vun eisem Summerevent ze schaffen, dat fir Enn August oder Ufank September op iech waart - a gleeft mer, dat gëtt eppes ganz Flottes ! Ausserdeem si mir amgaang mat de Virbereedunge fir d'Foire de l'étudiant an eis zweet Rees am Hierscht.

äre Presi Phons

Ofschléissend well ech nach eng Kéier all eise Membere Merci soen, déi un eisen Aktivitéiten deelgeholl hunn, an ech hoffen, datt och eis nächst Eventer weiderhin sou gutt besicht wäerte sinn.

Grilling

for young engineers _ 19th September 2014 at 6 pm _ keynote presentation by a young professional/engineer (tba) _ followed by a barbeque in the garden of Forum Da Vinci _ more information will follow soon 4 l bulli Summer 2014


Comité 2014 Eric Gonderinger

Venant Pirrotte

Oochen Maschinnebau

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur

+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03

+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76

eric.gonderinger@aneil.lu

venant.pirrotte@aneil.lu

Tom Steichen

Michel Schon

Oochen Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 621 78 62 65 +49 151 28 30 02 65

+352 691 689 246 +49 176 96 41 17 35

tom.steichen@aneil.lu

michel.schon@aneil.lu

Hugo Simões Martins

Gilles Nies

Lëtzebuerg Bauingenieur

Oochen Bauingenieur

+352 621 59 89 42

+352 691 69 45 61 +49 157 75 16 84 21

hugo.simoes@aneil.lu

gilles.nies@aneil.lu

Max Schmitz

Anouk Godelet

Zürich Maschinnebau

Frankfurt Architektur

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

+352 691 74 81 92 +49 157 85 53 59 77

max.schmitz@aneil.lu

anouk.godelet@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Information

Responsable Publications

6 l bulli Summer 2014

Vice-Président & Visites

Trésorier

Responsable Foire

Responsable Publications

Comité 2014


Florian Pfleiderer

Thom Ackermann

Zürich Maschinnebau

Zürich Maschinnebau

+352 621 700 063 +41 78 819 36 05

+41 78 70 77 339

florian.pfleiderer@aneil.lu

thom.ackermann@aneil.lu

Luc Lanners

Yves Duhr

Freiburg Embedded Systems Engineering

Oochen Informatik

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

+352 621 483 134 +49 178 89 29 370

luc.lanners@aneil.lu

yves.duhr@aneil.lu

Partenaires & Table ronde

Site Internet

Partenaires & Table ronde

Coopté Site Internet

Philippe Theisen Coopté Information Oochen Bauingenieur +352 691 881 549 +49 176 551 963 32 philippe.theisen@aneil.lu

Comité 2014

bulli Summer 2014 l 7


Table Ronde 2014

En Ingenieursstudent kënnt iergend eng Kéier an d‘Situatioun, an dat meeschtens während enger laanger Léierphase, no den Examen oder um Enn vum sengem Bachelor oder Master wou e sech freet, wou dann seng haart erschaffte Kapazitéite kënne gebraucht ginn. An deem Fall wär et gutt, souwuel fir d’Motivatioun vum Student wéi och zur Hëllef fir d‘Opstelle vu sengen Zukunftspläng, dass e kann entdecken wat dann de lëtzebuergeschen Ingenieursmarché esou ze bidden huet, ze suergen. Vue dass d‘ANEIL dem Ingenieur gären a sengem Werdegang hëlleft gouf och dëst Joer eng Table Ronde organiséiert fir genee op déi Froen anzegoen. D‘Table Ronde vun der ANEIL huet op der enger Säit als Ziel Entreprise vu Lëtzebuerg zesummen ze trommelen déi gären Ingenieuren astellen, Stage kënnen ubidden an d‘ Ingenieurswëssen vum fläissege Student gutt an hire Betrib integréiere kënnen, an op der anerer Säit Studenten zesummen ze ruffe fir dass e mutuellen Informatiounsaustausch ka statt fannen. De Karfreideg, 18ten Abrëll, ass et esou wäit. Géint 14:30 kommen déi éischt Entreprise, mat allem Material wat zu enger flotter Representatioun vun enger Firma derzougehéiert, un. Di éischt Bannere

8 l bulli Summer 2014

ginn opgeriicht, d‘Presentatiounen nach eng Kéier gepréift ob se da lo och op eisem Computer richteg duergestallt ginn an Nummschëlder ginn un d‘Hiem montéiert. Kuerz virun 3 Auer ass dann och all Mënsch ukomm an och d‘Studente sinn a grousser Zuel mat dobäi. No engem fir den ANEILkenner routinéierten Oflaf vum éischten Deel vum Presentationsverlaaf, schéngt en allgemengt Interesse säitens de Studenten an den Entreprisen entstanen ze sinn - ma dat versprécht jo vill a gutt Froe fir den eigentlechen Table Ronde Deel méi spéit. Och wann den Orateuren heiansdo duerch diskret Zeechen op hiren Zäitlimite higewise muss ginn sou bleift awer de Programm plus ou moins pünktlech. An der Paus huet de Schnékert eng Gedrénksforteresse opgebaut déi uschléissend mam staarken Undrang vun duuschterege Presentateure a Studente ze kämpfen huet. Duerno geet et weider mat der zweeter Ronn Presentatiounen, um Enn vun der och sécher de bis elo nach ondécidéierte Student eng oder méi Firme fir sech fonnt huet. No engem ofronnende Schlusswuert koum dunn dee wichtegsten Deel vun

Table Ronde 2014


der Table Ronde, nämlech de perséinleche Kontakt mat den néidegen Informatiounséchangen - mä virun allem och dem Schnékert säin Undeel, dee mat de feinsten Häppëcher de klengen Honger sättegt. Mat Virwëtz a Motivatioun stierzen sech d‘Studente Richtung Stänn vun deenen se kënnen duerch den dichte Persounenjungle de Logo oder zumindest representativ Faarwe vun der gesichte Firma erkennen. Soumat entsteet eng flott Gespréichsronn bei där all Froe beäntwert ginn an och den een oder anere Stage ofgemaach gëtt. Den dowéinst onsécheren Ingenieursstudent vum Freide Moien ass dee selwechten Daach Owes also sécher mat Freed a mat enger Hand voll Brochuren a Visitëkaarte vum Forum DaVinci fortgetrëppelt an hoffentlech mat allen Äntwerten déi säin Ingenieursgeescht zefridde wäerte stellen. Ech soen dann hei nach eng kéier e Grousse Merci un de Florian an de Venant, souwéi d’Anouk an den Eric fir all Ënnerstëtzung fir d‘Realisatioun vun der Table Ronde 2014. Thom Ackermann Fotoen: Anouk Godelet, Venant Pirrotte

Table Ronde 2014

bulli Summer 2014 l 9


Visite bei der Post

Um Moie vu Karfreideg stoung eng Visite bei der Post um Programm, wou mir d’Bandbreet vun der fréierer bis zur haiteger Kommunikatioun kennegeléiert hunn. Ugefaang hu mir bei der Satellitestatioun ob der Cloche d‘Or. De Representant, Jean-Marie Spaus, eemolege Member vun der ANEIL, huet bei der Post an der Elektronik ugefangen. Spéider an der Informatik, ier hien du Chefinformatiker ginn ass a momentan als Representant vun der Post schafft. Bei der Satellitestatioun krute mir erkläert wei den Déroulement funktionéiert dass mir ëmmer eis Programmer op der Televisioun hunn. Déi grouss Satellitte si fir eis Tëlee a Radio, di kleng fir d‘Receptioun. E puer 100 Programmer kritt Lëtzebuerg vun de grousse Satellitten eran a leed se vun do aus als MP4-Format senge Cliente weider. Ass den Himmel bedeckt, bréngen d‘Satellitten awer näischt. Da muss alles iwwer Terralink, ënnerierdesch, vu Frankräich erakommen. Bei deem Wee leit d‘Verzögerung, z.B bei enger LiveIwwerdroung, bei nëmmen 50ms. Duerno si mir mam Bus bei d‘Postzentral ob der Gare gefuer. De Georges Kloosen an de Raoul hunn eis en Abléck an de grousse Kabelraum verschaf an deem eist ganzt Festnetz, Telefon an Internet, iwwer 45.000 Glasfaserkabelen, erakommen. 1 Glasfaserleitung entsprécht 10.000 Kupferleitungen. Lëtzebuerg plangt dass bis 2020 eist ganzt Land

Visite bei der Post

komplett op Glasfaser ëmgestallt wäert sinn. Aktuell leie mir bei 30%. Bei den Datenzentren, wou all eenzelne Client agespäichert ass, mëscht Lëtzebuerg eng Emwandlungsphase duerch. Well d‘Post nach 30.000 Clienten huet déi an der aler Technik registréiert sinn, während di rechtlech Clientèle an den neien Datenzentre mat insgesamt 450 Terrabite, registréiert ass. Déi lescht Statioun war den Postmusée wou eis e Sortiment u Gedrénks an Häppecher erwaard huet. Hei konnte mir ënnert anerem eng Timbercollectioun vun 1843 oder al Bréifboîten aus Gußeisen aus dem Joer 1880 bewonneren. Ganz iwwerrascht ware mir dass d‘Bréifdréier fréier ëmmer eng Pistoul bei sech haten, well si Kannergeld transportéiert hunn an ëmmer dem Risiko ausgesat waren iwwerfall ze ginn. Interessant waren och d‘Demonstratioune vun de verschiddenen Telefonstechnike bis an 1950er eran. Et gouf zum Beispill eng Telefonszentral, wou fir all Telefonsgespréich ëmmer een Aarbechter zoustänneg, deen den Appel vermëttelt huet an och ëmmer matgelauschtert huet. Aner Beispiller waren de Klappschaf oder de Wielscheiftelefon. Hugo Simões Martins

Fotoen: Venant Pirrotte

bulli Summer 2014 l 11


EYE@Sarajevo 2014

D‘Fréijoer 2014 war scho gutt amgaang, sou dass et och rëm Zäit war fir eng European Young Engineers Konferenz. Déi huet eis, eng gutt 60 jonk Europäer, an eng ganz aussergewéinlech Stad invitéiert: Sarajevo, d‘Haaptstad vu Bosnien an Herzegowina. Op d‘Hannergrënn, souwuel geschichtlech wéi och politesch, komme mer awer réischt méi spéit ze schwätzen. Lass gaang ass et Freides den 30 Mee mat der Aschreiwung an eisem Hotel, no där mer direkt op eis Industrievisite bruecht goufen. Um Programm stoungen eng Bäckerei an eng Brauerei, béides zu Sarajevo selwer. Vill Industrie gëtt et leider net an der Ëmgéigend, soit wéinst de Folge vum Krich an de 90er, soit wéinst der schlechter wiertschaftlecher Lag a Bosnien an Herzegowina. Op mannst vun de wiertschaftleche Problemer krut een an der Bäckerei “Klas” awer guer näischt mat: hei hunn eng gutt 100 Leit all méiglech Deegproduiten hiergestallt, ugefaang mat Brout a Bréidercher bis hin zu séissem Gebäck (Baklava), gefëllten Deegtäschen a souguer Deeg fir doheem ze verschaffen. Dësen Deeg, deen no engem spezielle lokale Rezept hiergestallt gëtt, eegent sech besonnesch fir bosnesch Spezialitéiten. Vill Produiten aus der Bäckerei hunn eng Zertifizéierung vun der europäescher Liewensmëttelbehörd, sou dass dës bis iwwerall an

12 l bulli Summer 2014

d’EU exportéiert ginn. No der Bäckerei ass et du mam Tram a per pedes weider an d’Brauerei gaang, der Sarajevska Pivara. Hei gëtt de lokale Béier gebraut, an dës mat modernste Mëttelen. Sou ass et och kee Wonner, dass hei genee sou wéineg Leit ënnerwee si wéi bei eis zu Lëtzebuerg an der Brasserie Nationale, ass dach net alles automatiséiert. Nieft dem Béier, vun deem zimlech vill hiergestallt gëtt, well en och iwwerall vill gedronk gëtt zu Sarajevo, stellt d’Brauerei och nach Cola a Limonad ënner Lizenz fir Pepsi, 7UP a Lipton Iced Tea hier. D’Brauerei huet e puer Accèsen op immens gutt Waasser; während der Belagerung vu Sarajevo war d’Brauerei mat deen eenzege Punkt, wou d’Populatioun konnt frëscht Waasser hierkréien, sou dass et och dowéinst eng déif Verbonnenheet tëscht der Entreprise an den Awunner vu Sarajevo gëtt. No de Visiten ass et weider gaang Richtung Zentrum, wou mer eis am ale Gebai vun der Uni mat Politiker a Professere vu Bosnien an Herzegowina treffe sollten, fir d‘Konferenz offiziell ze starten. Leider ass kee vun den Invitée komm, sou dass de President vun der Konferenzorganisatioun kuerzerhand d‘Begréissung selwer gemaach huet. D’Bosnier ware natierlech enttäuscht, dass kee VIP komm ass (trotz Zouso), laut hinne wier dat awer anscheinend keng

EYE@Sarajevo 2014


Iwwerraschung an e gudde Resumé iwwert d’politesch Zoustänn an hirem Land. Mat engem Sandwich am Grapp si mer dunn e bëssen duerch Sarajevo spadséiert. Fir eis e bëssen eppes iwwert d‘Geschicht vun der Stad a vum Land ze erzielen, ass eng Sproochen a Geschicht Studentin engagéiert ginn, an dat wosst eis wierklech vill ze erzielen an ze erklären. Sarajevo ass eng gelonge Mëschung tëscht osteuropäescher an arabescher Kultur. Sou fënnt een iwwerall Restaurante fir Cevapi, Kierchen, Kaffeehaiser, an donieft awer och immens vill Moscheeën, Shisha Cafés déi keen Alkohol zerwéieren an Dönerrestauranten. Op eisem Tour duerch Sarajevo krute mer déi schéin Alstad mat hire Gottesheiser, wichteg Gebaier vun der Stad, déi deelweis grad mat EU Gelder renovéiert ginn, d‘Spuere vum Krich an och den “Ufank” vum éischte Weltkrich gewisen: et war hei zu Sarajevo wou 1914 de Franz Ferdinand erschoss gouf, wat de facto den Ausléiser war vun engem schrecklechen, 4 Joer laange Weltkrich. Och elo nach ass Sarajevo leider nach ëmmer en Zeie vu Krich, iwwerall an der Stad gesäit een nach Kratere vun de Mörseraschlei an Aschosslächer an et huet een d‘Gefill, méi UN an EUFOR Personal ze gesinn, wéi lokal Police oder aner Offizieller.

EYE@Sarajevo 2014

No engem flotte Freiden Owend an enger Salsa Bar (iwwerhaapt ass d‘Nuetsliewen zu Sarajevo anescht wéi ee menge géif...dës Stad ka mat munnech europäescher Stad mathalen, wou ech bis elo schonn a mengem Liewe gefeiert hunn) ass et Samschdes mat Virträg a Workshops weider gaang. D‘Virträg sinn iwwer Air Pollution, Remote Control vun engem Mini-Submarine, Google Lunar X-Prize an d‘ISS gaang. De Virtrag iwwert d‘ISS war keen offizielle vun hinne selwer, mä éischter eng jonk Ingenieurin, déi iwwert hiren Alldag am ISS Control Center bei München als Payload Managerin erzielt huet. D‘Andrea Boyd (dir hutt an de läschte Woche vläit en Artikel iwwert hat an “Die Zeit” gelies), selwer scho bei villen European Young Engineers Konferenzen dobäi gewiescht, huet dat awer sou flott gemaach, dass mer hat bis Sonndes Owes nach mat Froe gelächert hunn; et mierkt ee wierklech, dass hat säin Job immens gär mécht! De Workshop am Nomëtte ware Brainstorming Sessions, déi a klenge Gruppe gemaach goufen, fir Léisungen ze fanne fir de krasse Pollutiouns Problem vu Sarajevo ze léisen. Ech selwer hu just dono d‘Gesamtdiskussioun, geleet vun Assistente vun der technescher Uni vu Sarajevo, matkritt, well ech déi Zäit als Conseils Member Lëtzebuerg an d’ANEIL bei der Virstandssëtzung vertrueden hunn. Hei gouf

bulli Summer 2014 l 13


bei der Virstandssëtzung vertrueden hunn. Hei gouf vill iwwert d‘Zukunft vun EYE geschwat, an och nei Leit fir d‘Task Force gewielt, eng Grupp vu 4 Leit, déi mam Secretary General a sengem Deputy tëscht de Konferenzen EYE leeden a virubréngen. Ech si frou iech soen ze kënnen, dass meng Kandidatur eestëmmeg ugeholl gouf, sou dass d‘ANEIL ab elo d‘Richtung vun EYE direkt matbeaflosse kann. Als Ofschloss vum offizielle Programm huet d‘Siobhán, eis aktuell Secretary General, fir all d‘Participante vun der Konferenz e Rapport iwwer EYE gehal. Am Allgemenge gesäit et gutt aus, et huet sech e gudden haarde Kär gebilt, dee bei quasi all Konferenz present ass, an et ware nach all Kéier vill nei Leit dobäi. Et gëtt leider eng schlecht Noriicht: op Grond vun e puer organisatoresche Problemer an dem Ausfall vu verschiddene Leit aus Carrières Grënn oder Schwangerschaft, gëtt et 2014 keng Hierschtkonferenz. Ech kann iech awer scho soen, dass den ugeschwatenen haarde Kär, zu deem ech mëttlerweil och gehéieren, no enger méi klenger an inoffizieller Alternativ sicht. Owes hate mer nach all zesummen e Gala Dinner am Restaurant, deen zu der Brauerei gehéiert (deen iwwregens wonnerschéi war an en plus gutt Iessen zerwéiert huet). Dono hu mer eis nach eng Kéier an d‘Nuetsliewe gestierzt an hunn e puer Discoen a Live

14 l bulli Summer 2014

Music Caféen onsécher gemaach. De Sonndeg, an domat de Recht vun der Konferenz, huet eng Visite vum Tunnel of Life, deem improviséierten Tunnel, duerch deen d‘Awunner vu Sarajevo d‘Belagerung vun 1992 – 96 iwwerstoe konnten, ofgeschloss. Du war et och scho rëm Zäit de Leit Äddi ze soen, wat engem vu Kéier zu Kéier méi schwéier fält: déi Leit déi meng Rapporte liesen, wëssen, dass mer d‘Leit vun den aneren europäeschen Ingenieursveräiner sou lues wierklech un d‘Häerz gewuess sinn. Dëst war rëm eng flott Konferenz, zemools well een eng Stad gewise krut, déi een eigentlech sou net direkt bereese géif. Em sou méi schued fannen ech et, dass säit 2012 (säitdem ënnerhält d‘ANEIL rëm eng konstant Relatioun mat EYE) d‘Micky vun der ALI an ech déi eenzeg Lëtzebuerger sinn, déi sech blécke gelooss hunn. Ech wäert iech weiderhin iwwert eise Newsletter um lafenden halen iwwer Konferenzen an Events vun EYE, an hoffen, dass och bei iech, léif Memberen, den europäesche Geescht e bësse Plaz fënnt. Venant Pirrotte

Fotoen: Venant Pirrotte, Мирза Софтић

EYE@Sarajevo 2014


Frankfurter Börse

Nodeems mir eng Sightseeingtour duerch Frankfurt gemaach haten, si mir du Richtung Frankfurter Börse getrëppelt, oder fir genauer ze sinn, Frankfurter Wertpapierbörse. Virum Gebai um Börsenplatz sinn eis direkt zwou grouss Bronzeskulpture „Bulle & Bär“ opgefall, déi als Symbol fir di steigend an déi falend Aktiencourse stinn. No enger Sécherheetskontroll wéi um Flughafen, krute mir eng Presentatioun iwwert d‘Frankfurter Wertpapierbörse. Nieft der Geschicht wei zum Beispill dat d‘Joer 1585 als dat Grënnungsjoer vun der Frankfurter Börse ugesi gëtt, krute mir weider Informatiounen iwwert d‘Aktien u sech a wei déi haut gehandelt ginn. Wann ech dat richteg verstanen hu ginn déi mëschten Aktien iwwert een online Handelssystem mam Numm Xetra gehandelt an et gëtt nëmme méi nach ee Brochdeel um Parkett gehandelt. Vun der Besuchergalerie aus hate mir eng Vue op dat ganz Banneliewe vun der Bourse. Ënnen um Parkett setzen d‘Händler virun hire Bildschiermer ze schaffen, op dënnen awer och deelweis Youtube gelaf ass. Op groussen Tafele stoungen déi aktuell Aktiecoursen, wei och déi grouss Dax Courstafel de ganz frësch iwwer 10.000 wor. Iwwert eis wor nach

16 l bulli Summer 2014

eng grouss Weltkaart aus eenzelne Luuchten, déi ugewisen huet wou d‘Aktie Marchéen am Moment op sinn. Géigeniwwer vun der Besuchergalerie stoungen d‘Kamerae vun den Televisounsstatioune wéi zum Beispill N24, fir d’Liveiwwerdrounge vun der Bourse, déi awer während eiser Visite leider net gelaf sinn, mir kruten trotzdem un d‘Häerz geluecht net negativ opzefalen. Et wor interessant dat wat ee soss vun der Bourse op der Tëlee kennt, eng Kéier live ze gesinn an och besser ze verstoen. Trotzdem ass et awer bësse wei eng Fassade vir Tëlee virkomm, well dat meeschten hautdesdaags online ofleeft. Michel Schon

Fotoen: Dan Lux , Michel Schon, Venant Pirrotte

Frankfurter Börse


Ebbelwei-Expreß

Den Ebbelwei – Expreß ass en historeschen Tram, dee säit 1977 am Asaz ass fir Touristen duerch Frankfurt ze kutschéieren. Tatsächlech huet e säitdem schonn iwwert 1,2 Millioune Leit transportéiert. Dës Zuel léist schonn unhuelen, dass en extrem robust a massiv gebaut ass. Dass en och vill muss iwwert sech ergoe loosse war spéitstens kloer, nodeems ee vun ons e volle Becher mat Ebbelwei oder „Äppler“ genannt (eng Art Cidre) iwwert de Buedem geschott huet… Während der Fahrt vun +/- enger Stonn ware mir haaptsächlech domatter beschäftegt, den traditionellen Ebbelwei ze schmaachen. Schliisslech goung et jo haaptsächlech dorëms... No kuerzer Zäit hate mir genuch vun der Schunkelmusek, wourops hi mir ons eege Musek ugeluecht hunn. D‘Stëmmung ass ëmmer besser ginn a mir hunn ugefaangen alles ze inspizéieren. Iergendwann hu mir un engem Stéck un der Klack geschellt, déi iwwert dem generfte Chauffer houng... An engem rouege Park hu mir dunn eng Paus gemaach. Nodeems mir ons fir den Tram interesséiert hunn a lauter technesch Froe gestallt hunn, huet ons de leidenschaftleche „Tramführer“

Ebbelwei-Expreß

op emol sympathesch fonnt. Mir hunn dat direkt ausgenotzt an hien iwwerriet fir eng Kéier selwer mam Tram ze fueren. Tatsächlech huet hien ons alleguerten emol hin an hier fuere gelooss. Wou mir dunn nees dobausse stoungen ze schwätzen, ass mir d‘Idee komm, eng Mënz op d’Schinn ze leeën a mam Tram driwwer ze fueren. Bei där Propose huet de Tramführer de Kapp gerëselt an haart gelaacht, awer en huet ons dat Experiment duerchféiere gelooss. Direkt e puer mol si mir op Ingenieursart iwwert d‘Centstéck geblosen an et war duerno wéi ze erwaarde „platt ewéi e Su“! Duerno si mir nees zeréck op den Départ gefouert ginn. Alles an allem war et e flotten Tripp an eng gutt Geleeënheet, fir Frankfurt an engem gemittleche Kader ze bewonneren. Dan Lux

Fotoen: Michel Schon, Venant Pirrotte

bulli Summer 2014 l 17


Frankfurt Sightseeing a Public Viewing

Wat wier eng Rees op Frankfurt am Main ouni Sightseeing?! Natierlech hunn mir eis d‘Stad weise gelooss, an dat vun den 2 eemolege Frankfurter Architekturstudente Myriam an Anouk. Ugefaang hunn mir d‘Visite mat enger herrlecher Vue erof vum Maintower. Mam Lift si mir bis op de leschte Stack vum 200 Meter héijen Tuerm gefuer an hate vun do aus eng impressionnant Vue vun der Skyline vun der Finanzstad. Bei engem schéine Sonnenënnergang hunn mir d’ganz Staat gesinn: D’Gebaier vun der Commerzbank, PWC, Ernest & Young a ganz vill aner Heichhaiser konnte mir dunn och emol op Aenhéicht gesinn. Frankfurt am Main ass bekannt als eng dynamesch an international Finanz- a Messestad. Awer net nëmmen dat huet des Stad ze bidden, mee och historesch Sehenswierdegkeeten ewéi den Dom/ Römer mam Kaiserdom a Paulskierch. Ganz stolz ass d‘Stad nämlech op hire berühmte Bouf, de Johann Wolfgang von Goethe, deen 1749 hei gebuer gouf. Un deen erënneren si mat sengem Eltrenhaus an engem Denkmal, dem Goethedenkmal um Goetheplatz. Dass Frankfurt duerch den 2ten Weltkrich immens gelidden huet, bleift ëmmer nach erkennbar duerch déi moderniséiert Alstad. Déi haiteg Innenstad

18 l bulli Summer 2014

ass nämlech eng Rekonstruktioun vun der Alstad. Doduerch dass al Gebaier a Fachwierkhaiser nees nei opgebaut gi sinn, ass de Charme vun enger Alstad deels erhal bliwwen. Déi Kombinatioun vu klassesch ale Gebaier an neien Héichhaiser gesäit een duerch ganz Frankfurt. Doduerch dass mir 2 eemoleg Studentinne vu Frankfurt dobäi haten, hunn mir natierlech all déi Platze gewise kritt, déi ee muss gesinn hunn: Sou hunn mir ënnert anerem den Eiserner Steg um Main, de Goetheplatz, d‘Rathaus an natierlech och d‘Frankfurter Oper gesinn. Nodeems mir midd vum villen Eropkucke vun den Héichhaiser an awer och engem klenge Shopping Tours woren (d‘Akafsstroosse gehéieren natierlech och zu engem Sightseeing dobäi! ;)), ass awer net vill Zäit bliwwe fir ze raschten. Ofgeschloss hunn mir den Dag nämlech mat (wei soll et och anescht dëse Summer gewiergt sinn) d‘WM kucken! Déi Geleeënheet en WM-Match an der Commerzbank Arena op engem Public Viewing ze gesinn, hunn mir eis natierlech net entgoe gelooss. Mat der Bahn si mir an d’Commerzbank Arena gefuer an hunn eis de Match op engem grousse Bildschierm am Stadion ugekuckt. 90 Minutte laang hunn mir zesumme mat 30.000 anere Fussballfrënn

Frankfurt Sightseeing a Public Viewing


an enger super Stëmmung Däitschland ugefeiert a matgefiebert. Genial wor et och fir eng Kéier d’Arena vu bannen ze gesinn. Trotz haardem ufeieren ass et dono awer net grad duer gaang ze gewannen an sou hunn mir eis mat engem 2:2 missten zefridde ginn. Trotzdem hunn mir et awer flott fonnt, et kann ee leider net ëmmer gewannen... Well Haaptsaach bleift, dass si an der Final gewonn hunn! :-) Valérie Cornu

LSRM meets ANEIL Als Lëtzebuerger Studenten am Rhein-Main Gebidd (LSRM) ware mir frou d‘Membere vun der ANEIL zu Frankfurt ze empfänken. Vir dat eis Gäscht deen sou jonken a klenge Cercle besser kenneléiere konnten, hu mir si Freides Owes no hirer Visite vum Main-Tower ob eng Ronn „Äppler“ an engem flotten Encadrement invitéiert. Et war eng interessant a lëschteg Gespréichsronn, an d‘ANEIL huet et sech och net entgoe gelooss sech mat e puer Pitchere bei de Rhein-Mainer ze

Frankfurt Sightseeing a Public Viewing

revanchéieren. Déi gutt Stëmmung sollt och weiderhi bestoe bleiwe wei duerno nach e puer Studente weider an en anere Café gaange sinn. Leider hunn d‘Ingenieurstudente missen um 2:00 an hirer Jugendherberge sinn, wouriwwer sou munch er een den Owend duerno dee Closing verzögere wollt fir vum Nuetsliewen zu Frankfurt optimal kennen ze profitéieren. Alles an allem war et e gelongenen Treff a mir si gespaant wéini d‘ANEIL eis nach eemol an d‘RheinMain Metropole besiche kennt. Op dëser Plaz wollt ech dem Blanche, Mandy an André aus dem LSRM Comité nach eemol Merci fir d‘Bedeelegung un deem Event soen. Anouk Godelet Vize-Präsidentin vum LSRM

Fotoen: Anouk Godelet, Dan Lux, Myriam Olinger, Venant Pirrotte, Michel Schon

bulli Summer 2014 l 19


Deutsches Architekturmuseum

Frankfurt ist nicht nur eine weltbekannte Finanzund Bankenstadt, sondern besitzt durch seine in Deutschland einzigartige Skyline auch einen ganz besonderen städtebaulichen Charakter, der durch architektonische Highlights wie z.B Norman Foster‘s weltbekannte Commerzbank Headquarters oder aber die neue Europäische Zentralbank von Coop Himmelblau geprägt wird. Neben diesen markanten Hochhausprojekten, besitzt Frankfurt zusätzlich auch eine sehenswerte (wiedererrichtete) Altstadt und ein wunderschönes Mainufer mit unterschiedlichen Museen, was Frankfurt auch zu einer architektonisch interessanten Stadt macht. Eines dieser Museen stellt das Deutsche Architekturmuseum dar, kurz DAM genannt. Es war ursprünglich eine Villa und wurde von dem deutschen Architekten Oswald Mathias Ungers von 1979-84 in ein Architekturmuseum umgebaut. Der unter Denkmalschutz stehende Altbau wurde aus statischen und funktionellen Gründen komplett entkernt und durch ein interessantes Haus in Haus Konzept in ein Museum umgewandelt. Zur Zeit unseres Besuches wurden eine Dauerausstellung und 2 temporär thematisch sehr unterschiedliche Ausstellungen präsentiert. Die Dauerausstellung mit dem Titel: „Von der Urhütte zum Wolkenkratzer“ stellt eine interessante

20 l bulli Summer 2014

Zeitreise durch die Architekturgeschichte dar. Mit Hilfe von Modellpanoramen wird die vielfältige und lang andauernde architektonische Entwicklung von der Urhütte aus Laub und Ästen von ca. 400.000 v.Chr bis zum Hightechmodell des Frankfurter Main Towers des 21.Jhr gezeigt. Die zweite Ausstellung hieß „Mission Postmoderne– Heinrich Klotz und die Wunderkammer DAM“. Die sehenswerte Privatsammlung von Klotz besteht aus einer Vielzahl von Originalmodellen, -Plänen und -Skizzen weltbekannter Architekten wie Rem Koolhaas, Frank Gehry, Aldo Rossi und viele andere. Die letzte Ausstellung „Brückenschlag Ostend“ war eine Schwarz-weiß Fotodokumentation über den Bau der Osthafenbrücke und die Ertüchtigung der Honsellbrücke. Angeregt von den interessanten Konstruktionsfotos haben wir uns über das statische Konzept der Brücke unterhalten und uns im Gästebuch sowohl mit Namen als auch mit einer Auflistung von statischen Formeln verewigt und so, ganz ingenieur-typisch, einen wirklichen interessanten und spannenden Besuch im DAM abgeschlossen.

Christian Kremer Fotoen: Christian Kremer, Michel Schon

Deutsches Architekturmuseum


Frankfurt Airport

No 3 flotten Deeg zu Frankfurt am Main ass et Sonndes Moies, nom Auschecken aus der Jugendherberg, op eis läscht Visite vun der Rees gaang, an zwar dem Flughafe Frankfurt.
 Frankfurt Airport, mat iwwer 58 Millioune Passagéier/ Joer den 3 gréisste Flughafe vun Europa gemooss no Passagéierzuel, ass nom 1 Weltkrich opgaang an huet sech säitdem zu engem vun de wichtegsten Dréikräizer vun der Welt entwéckelt. Net zulescht läit dat och dorunner dass déi gréisst europäesch an déi 6. gréisst weltwäit Airline (gemooss a Passagéierkilometer) Lufthansa hei hire Siège huet. Ofgesi vum Passagéier Transport ass och Cargo e wichtegt Geschäftsfeld vum FRA; säi Cargocenter beleet europawäit déi 1. Plaz, weltwäit Plaz 7.


verschidde schéi Fligere kucke konnten, huet de Buschauffer eis un de Bord vum Flughafenareal bruecht, direkt an d‘Afluchschneis vum Runway 25L. Fligere beim Approach a beim Opsetze vun sou no aus nozekucke war natierlech eng super Saach, mä dat bescht sollt nach kommen. No e puer klengen A320er ass de gréisste Passagéierfliger vun der Welt direkt virun eiser Nues gelant: en A380.

Eis Visite huet am Terminal 1 ugefaang, wou de Bedreiwer vun ënner anerem dem Flughafe vu Frankfurt, d’Firma Fraport, eis erwaart huet. No der Sécherheetskontroll (wéi d’Passagéier sinn och mir an de gesécherte Beräich vum Flughafe komm) si mer mat eisem Guide an de Bus geklomm an du konnt et och scho lass goen.


No deem Spektakel ass et weider gaang, a mir kruten e bëssen eppes iwwert de Fuerpark vum Flughafen erzielt. Fir dass d‘Runways an d‘Taxiways och am Wanter kënne benotzt ginn, brauch een natierlech vill Schnéipléi, an och soss ginn et vill speziell Gefierer op engem Flughafen: Gefierer fir PushBack an De-Icing, Camione fir de Catering, Sanitär a Kerosinpompelen (bei den Terminals leie Leitungen am Buedem, wou de Kerosin kann ofgepompelt ginn), Follow-Me Autoen an Autoen, mat deenen een de Rollwidderstand vum Runway moosse kann. E ganz wichtege Fuerpark, vun deem d’Sécherheet vun engem Flughafen ofhänkt, gëtt vun der Flughafenfeuerwehr ënnerhalen; dës Équipe war eise nächste Stop.


Nodeems mer mam Bus d‘Terminals 1 an 2 passéiert haten, an dobäi natierlech vu ganz noem vill

Wéi mer eis all an der Hal vun de
Pompjeeë versammelt haten, huet de Chef vun enger vun
de 4

Frankfurt Airport

bulli Summer 2014 l 21


Feuerwachen eis e bëssen iwwert säin Aarbechtsfeld an –alldag erzielt. Et gëtt um Flughafe méi wéi eng Wache, fir dass d’Pompjeeën op all Punkt vum Flughafen, a besonnesch de Runways, ënnert enger vun der ICAO virgeschriwwener Zäit kënne sinn. Asätz hunn se zu Frankfurt, wéi all groussem Flughafen zimlech vill, woubäi en Asaz net gläich e katastrofale Virfall ass: et geet schonn duer dass de Pilot en Take-off abort mécht oder soss eppes komesches feststellt, fir dass d’Pompjeeën ausrécken, ëmmer nom Motto “better safe than sorry”. Nodeems mer

eran), ier et mam Bus zeréck bei den Terminal 1 gaang ass, wou eis Visite dunn och scho riwwer war. Mir sinn nach all zesumme mat der SkyLine, enger führerloser Bunn, op den Terminal 2 gefuer, wou mer mat eisem Visite-Ticket nach gratis op d‘Besucherterrasse hunn dierfen. Hei konnt een de Fligeren um Terminal 2 nach eng Kéier méi genau nokucken, wéi se ukomm sinn oder fortgefuer sinn. Et ass schonn interessant, wat alles an där Stonn bis hallef Stonn geschitt ier mir Passagéier boarden: d‘Pilote bereeden de Cockpit an d‘Computere fir,

nach hire Camion gewise kruten (richtegt grouss Geschir ;) ) ass et weider gaang.


maachen e Walkaround, de Catering bréngt déi eidel Trolleys raus a bréngt dat neit Iessen a Gedrénks u Bord, de Cleaning botzt de Fliger vu bannen, mécht um Heck vum Fliger den Tank vun der Toilette eidel a fëllt neit Waasser an, de Kerosin gëtt aus de Buedemleitungen an d’Tanks vum Fliger gefëllt an d’Buedempersonal këmmert sech drëm, dass soit den Jetway oder d‘Traape prett sinn, fir d’Passagéier u Bord ze bréngen an dass de Push-Back virbereet ass. Virum Depart gëtt am Wanter nach De-Icing gemaach, an da kann de Push-back och schonn ufänken, de Fliger vum Gate zeréckzedrécken.

Kuerz no der Feuerwache hu mer déi gréisste Maintenance Hal vu Lufthansa gesinn: an dës rezent gebauten Hal passen 3 A380, an da geet d’Dier souguer nach zou. Virun der Dier stounge riseg Schanzen, déi benotzt gi fir d‘Triebwerker ze testen: de Fliger gëtt um Buedem fixéiert, an da ginn d‘Antrieber héichgespuult; de Loftstouss gëtt duerch d’Schanzen an deem Moment sécher ëm 90° an d’Luucht geleet.
 Nodeems mer den Terminal fir Privatjets, de Chantier vum Terminal 3 an d‘Frachtterminals passéiert hunn, krute mer um Parking vun de Cargofligeren nach e puer schéi Maschinnen ze gesinn, dorënner déi nei 777F vun der Lufthansa oder déi scho méi al, an domat ëmmer méi seele MD11, och vun der Lufthansa. Nieft 747F waren hei och nach Passagéierfliger ze gesinn, déi grad net gebraucht goufen a kuerz ofgestallt waren. D’Betounung läit op kuerz, e Fliger rentéiert sech eigentlech just wann en an der Loft ass.


Nodeems mer eis vun deem ganze Schauspill genuch ugekuckt haten, hu mer nach eppes Klenges am Terminal 1 giess an dunn ass et och scho rëm an eise Bus Richtung Lëtzebuerg gaang.


Um Schluss krute mir nach de méi “klengen” Hangar vun der Lufthansa gewisen (hei passe “just” 3 747

Venant Pirrotte Fotoen: Anouk Godelet, Venant Pirrotte

22 l bulli Summer 2014

Als Organisateur vun dëser Rees wëll ech dës Plaz och kuerz notzen, jidderengem Merci ze soen dee mat war. Jiddereen, dee sech dës Vakanz entgoe gelooss huet, huet wierklech eppes verpasst...mä keng Angscht, am Hierscht kënnt schonn déi nächst Rees vun der ANEIL!


Frankfurt Airport


D’ANEIL - Äre Représentant zu Lëtzebuerg an an Europa Facts: Etabléiert 1958 Vertruede ginn Studenten aus Naturwëssenschaftlechen, Techneschen an Ingenieursstudiegäng an Architekturstudenten Member vun ACEL, ALI, an EYE Wat kann ech als Member vun der ANEIL maachen? Un enger vun eise villen interessante Visiten deelhuelen Vun eisen Aktivitéiten op Karfreideg profitéieren (Visite, Table Ronde a Fräibéier) Mat eis fir e puer Deeg op eng flott Rees goen zweemol am Joer Aner Studenten bei eisem Summerevent besser kenne léieren Un enger Konferenz vun EYE (European Young Engineers) am europäeschen Ausland deelhuelen Op der Foire de l’étudiant hëllefen an interesséierte Schüler vun dengem Studium erzielen Mat denger Ofschlossaarbecht beim Prix d’excellence vun der Fondation Enovos matmaachen ANEIL - Let’s Engineer Wann dir Froen oder Virschléi zu eisen Aktivitéiten hutt, mellt iech bei mir (venant.pirrotte@aneil.lu)


Bulli Summer 2014 online  
Bulli Summer 2014 online  
Advertisement