![]()
bulli
Fréijoer 2014
Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2014 4 De neie Comité stellt sech vir 6 Assemblée Générale 2013 14 Visite bei SEO 15 Visite bei DuPont 19 Journée de l‘Ingénieur 22 Studieninfoen24 Witzer26 Invitatioun op Table Ronde 2014 27
Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Redakteren: Georges Barthelemy; Yves Duhr; Eric Gonderinger; Venant Pirrotte; Hugo Simões Martins Chefredakter: Anouk Godelet Layout: Anouk Godelet Max Schmitz Cover Foto: © Ceratizit S.A. Drock: Imprimerie Centrale
De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 300 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.
2 l bulli Fréijoer 2014
Iwwersiicht an Impressum
Virwuert
Léif Memberen, säit Enn Dezember huet d´ANEIL en neie Comité gewielt, iwwert den der op den nächste Säite méi gewuer gitt. Wéi der feststelle wäert, setzt sech de Comité och dëst Joer erëm aus enger gudder Mëschung aus neie Gesiichter an erfuere Comitésmemberen zesummen, déi sech iwwert déi lescht Joere schonn erfollegräich fir d´Interessie vun der ANEIL agesat hunn. Op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci un den ale Comité, dovunner zemools eisem ale President, dem Venant, den sech dëst Joer dozou entscheed huet d´Charge vum President un säi Vize vum leschte Joer, menger Wéinegkeet, weiderzeginn. Zesumme mat menger Equipe, wäerte mir probéieren iech iwwert d´Joer en attraktiven an interessante Programm ze bidden. Vun Ufank un ass de Comité héich motivéiert an dat neit Joer gestart an huet schonn eng Rei Aktivitéiten organiséiert. An dëser Ausgab vum Bulli fannt dir ënnert anerem de Rapport vun eiser leschter Visite vum vergaangene Joer, wou mir d´Waasserkraaftwierk vun der SEO op Vianden kucke woren. Als weider Aktivitéit wore mir Enn Mäerz bei Dupont de Nemours op Contern, wou mir en Abléck an Virwuert
d´Folien- a Kunstoffproduktioun kruten. Donieft hunn mer och dëst Joer rëm un enger ganzer Rei Studieninformatiounen an ënnerschiddleche Lycéen deelgeholl, wou mer de Schüler op hir Froe Ried an Äntwert gestanen hunn. Ukënnege kann ech op dëser Plaatz awer och schonn eis traditionell Table Ronde op Karfreiden, dem 18ten Abrëll 2014 am Forum daVinci, wou mir natierlech méiglechst vill Studente begréisse wëllen. Nieft enger Visite (Moies) an eisem Ingénieurs-Fraibéier(Owes), kritt dir de ganze Metten iwwer d´Méiglechkeet gebueden, de Presentatioune vun enger grousser Auswiel un lëtzebuerger Firmen nozelauschteren an dono a relaxer Atmosphäre mat de Vertrieder a Kontakt ze trieden. Et ass keng Ausnahm, dat hei schonn den een oder anere Student eng Stage- oder deelweis souguer Aarbechtsplaz vermëttelt krut, also loosst Iech des Geleeënheet op kee Fall entgoen. Um Schluss wënschen ech iech all nodréiglech en erfollegräicht a glécklecht Joer 2014 a vill al a nei Membere bei eisen Aktivitéite begréissen ze dierfen. Vill Spaass mam Bulli, äre Prési Phons bulli Fréijoer 2014 l 3
Comité 2014 Eric Gonderinger
Venant Pirrotte
Oochen Maschinnebau
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur
+352 661 70 64 36 +49 176 96 89 56 03
+352 691 672 102 +49 176 96 13 70 76
eric.gonderinger@aneil.lu
venant.pirrotte@aneil.lu
Tom Steichen
Michel Schon
Oochen Bauingenieur
Oochen Maschinnebau
+352 621 78 62 65 +49 151 28 30 02 65
+352 691 689 246 +49 176 96 41 17 35
tom.steichen@aneil.lu
michel.schon@aneil.lu
Hugo Simões Martins
Gilles Nies
Lëtzebuerg Bauingenieur
Oochen Bauingenieur
+352 621 59 89 42
+352 691 69 45 61 +49 157 75 16 84 21
hugo.simoes@aneil.lu
gilles.nies@aneil.lu
Max Schmitz
Anouk Godelet
Zürich Maschinnebau
Frankfurt Architektur
+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281
+352 691 74 81 92 +49 157 85 53 59 77
max.schmitz@aneil.lu
anouk.godelet@aneil.lu
Florian Pfleiderer
Thom Ackermann
Zürich Maschinnebau
Zürich Maschinnebau
+352 621 700 063 +41 78 819 36 05
+41 78 70 77 339
florian.pfleiderer@aneil.lu
thom.ackermann@aneil.lu
Président
Secrétaire
Responsable Information
Responsable Publications
Partenaires & Table ronde
4 l bulli Fréijoer 2014
Vice-Président & Visites
Trésorier
Responsable Foire
Responsable Publications
Partenaires & Table ronde
Comité 2014
Luc Lanners
Yves Duhr
Freiburg Embedded Systems Engineering
Oochen Informatik
+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941
+352 621 483 134 +49 178 89 29 370
luc.lanners@aneil.lu
yves.duhr@aneil.lu
Site Internet
Coopté Site Internet
Philippe Theisen Coopté Information Oochen Bauingenieur +352 691 881 549 +49 176 551 963 32 philippe.theisen@aneil.lu
Comité 2014
bulli Fréijoer 2014 l 5
De neie Comité stellt sech vir Eric Gonderinger Gebuertsdatum Uertschaft Charge
10.05.1989 Contern President
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Maschinnebau & BWL Fahrzeugtechnik & Transport
Wisou ANEIL? Nodeems ech mech déi lescht Joere verstäerkt zu Oochen a verschiddene Comitéen (AVL, REEL) an d´lescht Joer als Vize-President a Responsable vum Partenariat fir d´ANEIL engagéiert hunn, wollt ech dëst Joer meng Fähegkeeten als President ënner Beweis stellen an zur weiderer Entwécklung vun der ANEIL bäidroen. An dësem Sënn identifizéieren ech mech voll a ganz mat allem firwat d´ANEIL sech asetzt. *(1) voir Säit 18 Hobbyen Dëschtennis, Fussball, Beachvolley, Iessen, Aktivitéite mat Kollegen 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Frëndin, Vakanz, Sport 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Villsäitegkeet vum Beruff, Innovatioun, Léisunge fir Problemer fannen fir déi et vermeintlech keng ginn Ingenieuren/Architekte sinn... Wichteg fir d´nohalteg Entwécklung vun der Gesellschaft an dem Liewensraum Wat wëlls du gären erfannen? Mäin Affekot huet mer leider verbueden driwwer ze schwätzen;)
Venant Pirrotte Gebuertsdatum Uertschaft Charge
19.04.1988 Krautem Vice-President
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Produktiounstechnik
Wisou ANEIL? Ofgesinn dovunner, dass ech nach ëmmer vun den Aufgaben an Idealer vun der ANEIL iwwerzeegt sinn, fänken ech och un, e richteg gudden Iwwerbléck hannert eis Organisatioun ze kréien. Ech hoffe mat deem Wëssen och dëst Joer der ANEIL hëllefen ze kënnen, nach méi grouss a wichteg ze ginn.
Hobbyen Kraafttraining, Reesen, Drums a Gittar, Fluchsimulatioun, Golf, Auto a Motorrad, Schéisssport, Fotografie 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Frënn a Famill, Wëssen, Freed 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Breet technescht a wirtschaftlecht Basiswëssen, praktesch Auslandserfahrung a konstant Weiderbildung Ingenieuren/Architekte sinn... Wichteg Acteuren an der Wirtschaft a Politik, exzellent Fuerscher a Manager souwéi d’Garantie fir d’Oprechterhaalung vun der Wichtegkeet vum “Westen” um weltwäite wirtschaftlechen a soziale Parquet. Wat wëlls du gären erfannen? Eppes, dat souwuel gutt fir d’Mënschheet, eis Wirtschaft an d’zukünfteg Stabilitéit vun der Weltgeschicht ass, a mech niewelaanscht op déi Plaze bréngt, déi ech mer erhoffen.
6 l bulli Fréijoer 2014
De neie Comité stellt sech vir
Tom Steichen Gebuertsdatum Uertschaft Charge
21.06.1990 Altwies Sekretär
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieurswiesen Konstruktiven Ingenieurbau
Wisou ANEIL? Nodeems ech véier Joer Member an der ANEIL si weess ech wat d'ANEIL vir eng wichteg Roll am Ingenieursstudium huet a wéi eng super Aarbecht se leescht. Néierens kann een sech als Ingenieursstudent besser engagéiere wéi hei. Well ech en iwwerzeegten Ingenieursstudent si wëll ech meng Erfahrungen un déi Leit weidervermëttelen déi déi selwecht Interessen hunn wei ech. *(2) voir Säit 18 Hobbyen Schaffen am Familljebetrib, Bëschaarbecht, Scouten, Aarbechten déi mat Holz, Beton oder Stol ze dinn hunn 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Frëndin a Famill, Kollegen, Studium a Fräizäit 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur E gutt Studium, Vill wichteg a praktesch Erfahrunge sammelen, Studenteliewen Ingenieuren/Architekte sinn... E Grondsteen vun enger gutt funktionéierender technescher Zukunft. Kreativitéit an Innovatiounsgeescht, wëssenschaftlecht Denken an technesch Léisungen op Problemer ze fannen si gutt Viraussetzungen. Wat wëlls du gären erfannen? Ech well hei net all meng gutt Iddie verroden ;) Wärt an Zukunft op si vir all innovative Fortschrëtt am Bauberäich, zumools d’Baue mat alternative Baustoffer resp. d’Recycléiere vu Baustoffer souwéi hier Weiderverwäertung.
Michel Schon Gebuertsdatum Uertschaft Charge
03.05.1988 Rammeldang Trésorier
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Maschinnebau Konstruktioun an Entwécklung
Wisou ANEIL? No 2 Joer am AVL Comité an engem Joer Paus wollt ech mech rëm an engem Cercle engagéiert an do wor d’ANEIL genee dat richtegt.
Hobbyen Joggen, Erausgoen, TV Serien, Studéieren, Schlofen 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Kollegen, Famill, Frëndin 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Rechemaschinn, Formelsammlung, Auto Ingenieuren/Architekte sinn... Ni fäerdeg mat leieren, kënnen sech gutt organiséieren a sollen technesch Problemer bëlleg a schnell léisen. Wat wëlls du gären erfannen? Eppes wat de Leit eppes bréngt, mech awer och räich mëscht.
De neie Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2014 l 7
is a living color
Hugo Simões Martins Gebuertsdatum Uertschaft Charge
29.07.1991 Monnerech Studieninfof
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Kierchbierg Bauingenieur /
Wisou ANEIL? Well d'ANEIL eng super Equipe ass an et mir Spaass meescht mat hinnen zesummen ze schaffen. Awer virun allem well ech et wichteg fannen de Schüler iwwert den Ingenieur opzeklären, geneesou wei de Kontakt zwëschen de Studenten an der Aarbechtswelt ze verbesseren.
Hobbyen Fräizäit genéissen, Autowelt, Kraafttraining 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Erfolleg, Frënn a Famill, an de Spaass soll een ni vergiessen 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Kontakt mat Mënschen, Villsäitegkeet, Virun allem d‘Ëmsetze vun Iddien Ingenieuren/Architekte sinn... Fraen a Männer déi dat richtegt studéiert hunn. Wat wëlls du gären erfannen? Eng Zäitmaschinn. Wisou soll ech soss Bauingenieur studéieren ;)
Gilles Nies Gebuertsdatum Uertschaft Charge
27.05.1989 Stroossen Foire de l’étudiant
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieur Konstruktiven Héichbau
Wisou ANEIL? Ech hat lescht Joer Table Ronde organiséiert, wat mer immens gutt gefall hat. Dëst Joer wollt ech dem Veräin trei bleiwen, well ech d’Funktioun vun der ANEIL als Bindeglied tëscht den Ingenieursstudenten an der Wirtschaft wichteg fannen an d’Aarbecht Spaass mëscht. D‘Foire war lescht Joer gutt gelongen, well mer en zentrale Stand haten. Och dëst Joer probéiere mir d’Schüler sou gutt wéi méiglech fir den Ingenieursstudium begeeschteren ze kënnen. Hobbyen Fussball, Vëlo, Squash 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Fussball, Béierchen mat Kollegen drénken, ANEIL 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Praxisorientéiert denken, Nei Methoden entdecke fir Problemer unzegoen, Flott Projeten entwéckelen Ingenieuren/Architekte sinn... Déi gäilst! ;) Wat wëlls du gären erfannen? Wann ech dat lo hei géif soen… Nee komm, dat gesitt der 2015 op der BAUMA! Ech hunn do sou e Projet um Lafen ;)
De neie Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2014 l 9
Max Schmitz Gebuertsdatum Uertschaft Charge
24.08.1988 Lëtzebuerg Publications
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Zürich Maschinnebau (Doktorat) Concentrated Photovoltaics, Solar Optics
Wisou ANEIL? Ech si mëttlerweil schonn sou laang an der ANEIL dass ech mech net méi kann erënnere firwat.
Hobbyen Schwammen, Crossfit, Schi fueren 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Et ass mer a mengem Liewen näischt méi wichteg wéi d’ANEIL (firwat hunn ech leider och vergiess) 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Dat genialt Fuerschungsëmfeld op der ETH an déi enorm villfälteg Méiglechkeeten *(3) voir Säit 18 Ingenieuren/Architekte sinn... Meeschtens och just Mënschen Wat wëlls du gären erfannen? Déi beschten Erfindunge mécht ee souwisou wann een eppes komplett anescht wëlles huet dofir leeën ech mech mol net fest.
Anouk Godelet Gebuertsdatum Uertschaft Charge
19.04.1990 Garnech Publications
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Frankfurt Architektur /
Wisou ANEIL? Duerch mäin Engagement a verschiddene Comitéen, ënnert anerem dem LSRM, wollt ech meng Erfahrungen an Iddien an engem Cercle-iwwergräifende Veräin, wei der ANEIL, bäidroen. Enorm hëllefräich fir d’Schüler ass dee fréie Kontakt zu den Entreprisen an anere Studenten. Aus dem Grond fannen ech et wichteg virun allem och Schülerinnen iwwert de Studium an de Beruff vum Ingenieur ze informéieren *(4) voir Säit 18 Hobbyen Schwammen, Lafen, Reesen, Fotografie 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Famill a Frënn, Studenteliewen, Sport 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Kreativitéit, Teamfähegkeet, Problemer léise kennen Ingenieuren/Architekte sinn... Ëmmer verplangt :) Wat wëlls du gären erfannen? 48 Stonnen Daach
10 l bulli Fréijoer 2014
De neie Comité stellt sech vir
Florian Pfleiderer Gebuertsdatum Uertschaft Charge
11.01.1991 Moersdorf Partenaires
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Zürich Maschinnebau Renewable Energy Technologies
Wisou ANEIL? Et ginn 2 Grënn firwat ech an der Aneil sinn. Éischtens, identifizéieren ech mat dem essentiellen Optrag deen d‘ANEIL huet : en Lien tëscht der Industrie an den Studenten hierzestellen an ze ënnerhalen. Dësen Lien fannen ech extrem wichteg an sinn der Meenung, dat en fir déi zwou Partien vun Interêt ass. Zweetens, mëscht et mir Spaass, als Responsablen vun den Visiten/Rees eppes ze organiséieren, wou vill Leit sech dofir begeeschteren kennen. Hobbyen Fussball, Schi fueren 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Erfolleg, Frënn, Famill 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Kreativ, effizient an nohalteg Léisunge fanne fir komplex Problemer. Ingenieuren/Architekte sinn... Ingenieur ist die Berufsbezeichnung für wissenschaftlich ausgebildete Fachleute auf technischem Gebiet. Die Ausbildung erfolgt in verschiedenen Fachrichtungen und wird mit einem akademischen Grad abgeschlossen. Wat wëlls du gären erfannen? Eppes woumadder ech mech kéint selbstänneg maachen an erfollegräich wier.
Thom Ackermann Gebuertsdatum Uertschaft Charge
29.11.1990 Kockelscheier Table Ronde
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Zürich Maschinnebau Energy, Flows & Processes
Wisou ANEIL? Wann et engem erméiglecht gëtt duerch eng Associatioun ewéi d’ANEIL mat aneren Ingenieursgeeschter kënnen zesummen ze schaffen an Erfahrung ze deelen, dat Ganzt mat interessante Visite an Evenementer ze begleeden, da sinn ech gär derbäi.
Hobbyen Sport, Musek, Kultur a Frënn 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Vertrauen, Mossen an Humor 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Rechemaschinn, Teamwork, Léisungen Ingenieuren/Architekte sinn... Iwwerzeegt, dass ’t Glas weder hallef voll nach hallef eidel ass, mä éischter zweemol ze grouss. Wat wëlls du gären erfannen? Eng Alternativenergie
De neie Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2014 l 11
Luc Lanners Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.03.1990 Lëtzebuerg Webmaster
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Freiburg Embedded Systems Engineering Robotics, Circuits and Systems
Wisou ANEIL? Well ech selwer emol Schüler wor, a weess dass den Ingenieursberäich vill Facetten huet an et net esou einfach ass sech ze entscheeden an dofir well ech aneren dobäi hëllefen hire Choix ze maachen. Niewebäi leiert een nei an interessant Léit kennen a kann gläichzäiteg Kontakter zur Industrie knäppen.
Hobbyen Beachvolleyball, Alles wat soss nach mat Sport maachen ze dinn huet, Saache flécken 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Frënn a Famill, Alles aneres kann een sech kafen 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Ee Geodräieck, En Bic, En Täscherechner Ingenieuren/Architekte sinn... Dach all verréckt ;) Wat wëlls du gären erfannen? Ech schaffen drun, loosst iech iwwerraschen
Yves Duhr Gebuertsdatum Uertschaft Charge
07.08.1986 Mäerzeg Waldorf aus
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Informatik (Doktorat) Embedded Systems
Wisou ANEIL? Well ech no all deene Joeren nach ëmmer iwwerzeegt sinn dat et déi beschte Studentenorganisatioun ass.
Hobbyen Boxen, Fussball, Lafen, Vëlo fueren 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Famill, Frëndin, Frënn 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Power Point, Excel, Word Ingenieuren/Architekte sinn... Super gäil! Wat wëlls du gären erfannen? Fluxkompensator
12 l bulli Fréijoer 2014
De neie Comité stellt sech vir
Philippe Theisen Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.05.1987 Schraasseg Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieur Verkéier
Wisou ANEIL? Well lëscht Joer ee flott Joer mat engem super Comitée war, an ech dofir zum Enn vu mengem Studium hin deem neie Comité, do wou ech kann, nach bësschen ënnert Äerm well gräifen.
Hobbyen Alles wat Spaass mécht 3 wichteg Saachen an dengem Liewen Frëndin, Famill a Frënn, a Suen, viillllllllllll Suen ;) 3 wichteg Saache fir dech als Ingenieur Villsäitegkeet vum Beruff , De Kontakt mat Leit, Resultat vun der Aarbecht dono an der Realitéit ze gesinn Ingenieuren/Architekte sinn... Net dat selwecht? Wat wëlls du gären erfannen? De perpetuum mobile selbstverständlech ;)
De neie Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2014 l 13
Assemblée Générale 2013
D’ANEIL huet de 27 Dezember 2013 op hier AG ordinaire invitéiert, op där de Comité e Bilan vun den Aktivitéite vun 2013 gezunn huet, an en Ausbléck ginn huet, wou et higeet mat eisem Veräin. Eng Rei Membere ware scho Moies mat um Tour, wéi mer d’SEO zu Veianen besiche waren. Owes sinn awer dunn nach eng jett Leit méi komm, sou dass mer eise Sall am Forum Da Vinci gutt gefëllt kruten. De Venant, President vun 2013, huet nom Wëllkommenswuert a graffen Zich d’Joer 2013 zesummegefaasst. Mir haten eng Rëtsch Visiten, bei Luxembourg Air Rescue, SES, Editpress an SEO, souwéi eise Summerevent bei Ceratizit, Cargolux a Caves Gales. Verreest si mer 2013 direkt zwee mol, op Stuttgart an op Turin. Traditionell Events waren och eis Table Ronde op Karfreideg an d’Präsenz bei wichtegen Aktivitéite wéi der Journée de l’Ingénieur, den AGen vun der ALI an der ALIAI, op 7 Studieninformatiounen, meeschtens mat der ACEL zesummen, an der Foire de l’étudiant. De Venant huet d’ANEIL ausserdeem op den European Young Engineers Konferenzen zu Dublin an zu Antwerpen representéiert. Zesumme mat der Fondation Enovos konnt d’ANEIL och 2013 fir d’zweet 7 frësch gebakenen Ingenieuren de prix d’excellence fir hier Ofschlossaarbecht iwwerreechen.
14 l bulli Fréijoer 2014
Nodeems den Elio, eisen Trésorier vun 2013, de Memberen en Abléck an eis stabil an transparent Finanze konnt ginn, ass e wichtege Punkt opgeschloe ginn: 2013 ass zu Lëtzebuerg eng a.s.b.l. vun Engineers Without Borders (EWB) gegrënnt ginn, déi, wéi de Pendant aus der medizinescher Welt, d’Wëssen an d’Fähegkeete vun enger Spart Akademiker fir eng Verbesserung vun eiser Welt wëll benotzen. D’ANEIL huet dat eng super Saach fonnt, a sou war et kloer, dass de Venant den Accord krut, EWB Luxembourg en Don ze verspriechen. No der Décharge vum ale Comité ass et dorëms gaang, och fir d’nächst Joer rëm Führungspositiounen ze besetzen. E puer Leit hunn de Comité verlooss, well d’Aarbechtswelt rifft, et sinn awer och vill neier bäikomm: Anouk, Thom, Luc, Michel an Tom – wëllkomm! Fir dass et dem Phons a sengem läschte Studiejoer net langweileg gëtt, iwwerhëlt hien d’Présidence vun 2014. Duerno ass et un de Comptoir vum Forum Da Vinci gaangen fir eis zesummen bei engem gudden (vun der ANEIL offréierte) Patt op déi flott Aktivitéite vun 2014 ze freeën. Venant Pirrotte Fotoen: Charly Huberty
Assemblée Générale 2013
Visite bei SEO
Prolog: 26.12.2013 (Owes) Ech ginn haut fréi schlofen, da brauch ech mer kee Wecker fir muer de Moien ze stelle fir op d’Visite vun der ANEIL… 27.12.2013 (Moies) 09:14 Ech kucken op d‘Auer an denke just nach: “Oh vreck (wat ech wierklech geduecht hu kann aus Jugendschutzgrënn hei net geschriwwe ginn), du wollts lo fortfuere fir op d’Visite“. Also schnell ënnert Dusch an da Schlapp-Chassis (ëmgangssproochlech fir „alles wat den Auto hier gëtt“) op Veianen, villäicht geet et jo nach duer. 09:58 (r.d.v. war um 9:50) Ech kommen zu Veianen beim Pompelspäicherwier un, et ass also net duer gaang a sinn natierlech de leschten, wat mer d’Éier bréngt, den Artikel ze schreiwen.
Visite: Mir sinn am Pavillon Ourtal vun eisem Guide, deen déi ganz Visite eis Froe beäntwert huet, am Numm vun der SEO (Société Électrique de l’Our) empfaang
Visite bei SEO
ginn. Fir unzefänke krute mer ee Film iwwer d’Geschicht vun der SEO a vum Funktionnement vum Pompelspäicherwierk gewisen. Ee Pompelspäicherwierk funktionéiert dobäi relativ einfach: Et gëtt een ieweschte Baseng, um Niklosbierg, an een ënneschte Baseng, ee Stauséi vun der Our. Stroum gëtt produzéiert andeem vum ieweschte Baseng Waasser duerch Turbinnen an den ënneschte Baseng lafe gelooss gëtt. Well den ieweschte Baseng zu Veianen keen natierlechen Zoufloss huet, muss d’Waasser eropgepompelt ginn. Dat ganzt ass trotzdem wirtschaftlech rentabel, well de Stroum net ëmmer d‘selwecht vill kascht. An der Schoul hu mer geleiert, datt de Stroum an der Nuecht bellech an am Dag deier ass. Dofir gëtt am Dag d’Waasser vun uewen no ënne lafe gelooss an an der Nuecht rëm eropgepompelt. Duerch d’erneierbar Energien huet sech dat geännert. Lo gëtt méi wei 100mol innerhalb vu 24 Stonnen d’Richtung vum Waasser gewiesselt, jee nodeem ob grad Sonn do ass, de Wand bléist oder ganz einfach wéi vill Stroum grad gebraucht gëtt. D’Instruktioune wéi eng Pompel grad wéi musse lafe komme fir d‘Pompelspäicherwierk zu Veianen vu RWE aus Essen. Pompelspäicherwierker sinn also wichteg fir d‘Stroumnetz an Europa stabil ze halen.
bulli Fréijoer 2014 l 15
Ingenieursbal Freides den 18. Abrëll um 21 Auer an enger flotten Location Wéi all Joer gëtt de Karfreideg, no enger ustrengender Visite Moies an der Table Ronde Mëttes, Owes ofgeronnt mat engem Fräibéier fir all eis Memberen. Dëst Joer fënnt dat ganzt rëm an engem flotte Kader statt. D’Location bleift nach ze bestëmmen. Lass geet et um 21 Auer „jusqu’à épuisement du stock”, sidd also mat Zäiten do. Umelle kennt dir iech iwwer eise Facebook Event.
Pläng fir ee Pompelspäicherwierk zu Veianen ze baue gi schonn op den Ufank vum 20. Joerhonnert zréck. Duerch d’Weltkricher sinn déi Pläng awer ëmmer rëm verworf gi bis an de 1950er d’Pläng konkretiséiert goufen a mat der Realiséierung ugefaang gouf. Zu deem Zweck gouf 1951 d’SEO gegrënnt fir Späicherwierk ze plangen an ze realiséieren. D’SEO ass eng Aktiegesellschaft mat dem lëtzebuerger Staat an der RWE Power als gréissten Aktionären (jee 40,3%) a bedreift net nëmmen d’Pompelspäicherwierk zu Veianen mee och nach z.B. Waasserkraaftwierker vun der Musel. 1959 gouf mam Bau vum Pompelspäicherwierk ugefaang dee 5 Joer gedauert huet. No enger Erweiderung an de 70er huet d’Wierk haut 10 Maschinnen an eng Nennleeschtung vun 1.096 MW. Zenter 2010 gëtt un enger weiderer Maschinn gebaut. Doriwwer krute mer direkt ee weideren interessante Film gewisen. Fir déi 11. Maschinn gouf den ieweschte Baseng um Niklosbierg ëm 1 m erhéicht an een neie Schacht an de Bierg gegruewe fir d’Waasser kënnen doduerch lafen ze loossen. Fir dës Bauaarbechte gouf een Deel vum ieweschte Baseng eidellafe gelooss a bei der Geleeënheet och sanéiert. Fir den ënneschte Baseng gouf mat Hëllef vun der Technescher Universitéit Karlsruhe gekuckt,
Visite bei SEO
wéi een am beschten d’Waasser aleet fir dat den Afloss op d’Natur méiglechst geréng ass. Déi 11. Maschinn sollt 186 Mio. € kaschten an 2013 a Betrib goen. Leider ass et um Enn zu technesche Schwieregkeete komm, sou dat se réischt 2014 wäert richteg funktionéieren. Mat ronn 200MW zousätzlecher Nennleeschtung ass dann d‘Pompelspäicherwierk zu Veianen dat leeschungsstäerkst a ganz Europa. No dem Film krute mer un enger Maquette nach erklärt wou weien Deel vum Pompelspäicherwierk läit. D’Wierder war nämlech ze schlecht fir bis bei den ieweschte Baseng kucken ze goen. Duerno si mer an de Bierg era gaang wou mer als éischt mat Hëllef vun enger klenger Ausstellung Erklärungen iwwert d’Energie am allgemenge kruten. Dunn ass et an d’Kraaftwierk bei d’Maschinnen 1-9 gaang, wou mer eis dat ganzt a Realitéit ukucken, unhéieren a upake konnten. Dobäi huet ee gespuert wei vill Kraaft am Spill ass fir de Stroum ze produzéieren. No der Gruppefoto war d’Visite leider schonn zu Enn an et ass op de Mëtteskascht gaang bzw. fir d’Membere vum Comité d’AG virzebereeden. Yves Duhr
bulli Fréijoer 2014 l 17
Fortsetzung vun de Steckbréiwer vun deenen déi sech net gepackt hu mam schreiwen *(1) an sech iwwert d´Joeren en Numm gemaach huet: Asaz fir de Lien tëscht dem Aarbechtsmaart an den Ingenieursstudenten, Propagatioun vum Ingenieur-Beruff, Informatioun vun de Schüler iwwert den Ingenieursstudium, Organisatioun vu flotten Aktivitéite fir eis Memberen (Visite, Rees, Table Ronde). *(2) Duerch meng Präsenz an der ANEIL hoffen ech ëmsou méi de Schüler an och menge Matmënschen d’Villfalt vum Ingenieursberuff kennen ze erklären. Villäicht begeeschteren an iwwerzeegen ech jo och deen een oder anere vun dëser flotter Beruffzsrichtung.
*(3) déi sech fir mech momentan an hoffentlech och spéider bidden. De Rescht mécht mäi Computer. *(4) an och ze begeeschteren. Iwwerdeems bitt mir de Comitésposten ëmmer erëm nei Erausfuerderung un.
18 l bulli Fréijoer 2014
Fortsetzung Steckbréiwerr
Visite bei DuPont
Fir di éischt ANEIL-Visite vum neien, well alen, Joer, gouf Dupont Teijin Films zu Contern erausgesicht. Heifir hu mir eis Freides den 28. Mäerz um Parking vun Dupont getraff. An der Receptioun si mir vum Astrid Schiffer an dem Jean-Luc Verheggen empfaang ginn. Si bekëmmeren sech bei Dupont em de Recruiting vun neie Mataarbechter. Fir unzefänke krute mer di wichtegst Produkter di um Site produzéiert gi kuerz virgestallt an eng Sécherheetafeierung, e Punkt dee bei Dupont eng ganz wichteg Roll spillt. Weider goung et du mat enger ausféierlecher Firmenpräsentatioun. Wat ass Dupont? Dupont ass am Joer 1802 zu Washington vum E.I. du Pont an Amerika gegrënnt ginn an huet an der Ufankszäit Sprengstoff produzéiert. Mat der Zäit hu sech d’Geschäftsfelder kontinuéierlech verännert. Um Ufank vum 20. Joerhonnert, huet sech Dupont op Werkstoffwëssenschaften am Beräich vun de Polymere spezialiséiert. Um Enn vum läschte Joerhonnert gouf de Produktportfolio em Nahrungsmëttel ergänzt, dëst fir d’Ofhängegkeet vum Pëtrol ze reduzéieren. Dupont erfuerscht an entwéckelt haut global nei Produkter. Si beschäftege weltwäit eng ronn 70000 Mataarbechter, wouvunner der ongeféier 1200
Visite bei DuPont
zu Lëtzebuerg schaffen. Di deemoleg Dupont de Nemours ass 1962 gegrënnt an 1964 ass di éischt Mylar®-Rull produzéiert ginn. Op enger Fläch vun ±104 ha ginn haut haaptsächlech Polyesterfolien, Spinnvlieser an thermoplastesch Elastomere produzéiert. Woufir steet Dupont? „Let’s solve“ heescht d’Ziel dat sech Dupont gesat huet, fir als wëssenschaftsbaséiert Entreprise Léisungen an den dräi Domainer Iessen, Energie a Schutz ze fannen. Dobäi kommen nach Grondwäerter wéi Sécherheet a Gesondheet, Ëmweltverpflichtung, Respekt fir Mënschen an héchst ethescht Behuelen. Produkter an hir Uwendungsgebidder. Mylar®, Tyvek®, Typar® an Hytrel® heeschen d’Produkter di um lëtzebuerger Site produzéiert ginn. Méi bekannt dierft zum Beispill de Kevlar® sinn, aus deem Schutzweste bestinn, oder den Teflon® deen als Beschichtungsmaterial fir Pane fervent gëtt. Mylar ass eng Polyethylenterephthalat-Polyesterfolie. Charakteristesch sinn eng héich Zuchfestëstegkeet, chemesch, mechanesch an thermesch Stabilitéit an d‘Transparenz. De Mylar, ass extrem liicht a gëtt ënner anerem als elektreschen Isoléierstoff a Kondensatoren oder zur Beschichtung vun z.B.
bulli Fréijoer 2014 l 19
Kreditkaarte benotz. Tyvek ass e Vliesstoff aus Polyethylen, Polyethylen, aus deem z. B. Schutzkleedung fir Rengreim hiergestallt sinn. Den Tyvek ass waasserdicht mee gläichzäiteg ka fiicht Loft duerchdiffundéieren. Den Typar besteet aus thermesch verfestegten, onendleche Polypropylenfaseren a gëtt ähnlech wéi den Tyvek als entloosst Band produzéiert an op Rullen opgewéckelt. Den Typar gëtt virun allem am Stroossebau agesat. Weider goung et mat der Visite vun der Produktiounsanlag fir den Hytrel. No e puer Erklärungen iwwert den Hierstellungsprozess goufen zwou Gruppe gebilt an du krute mer di gesamt Anlag gewisen. Den Hytrel ass en thermoplasteschen Elastomer, genauer en thermoplastesche Copolyester. Des Konschtstoffer, ëmgangssproochlech als Plastiker bezeechent, verhalen sech bei Zëmmertemperatur ähnlech de klasseschen Elastomeren. Erhëtzt een d’Material, da léisst sech dëst verformen. Dës Eegenschaft gëtt als thermoplastescht Verhale bezeechent. Elastomeren si chemesch vernetzt Raumnetzmoleküllen, di een sech als mateneen an ënnertenee verwurrelt Fiedem
20 l bulli Fréijoer 2014
virstelle kann. Bei klasseschen Elastomere muss d’Material zersat ginn, fir dass een d’Netz opléise kann.Thermoplastesch Elastomeren hunn an Deelberäicher physikalesch Vernetzungspunkter, déi sech bei héich Temperaturen opléisen. Di laang Ketten zerfalen domatten an eenzel Deeler ouni sech zersetzen. Den Hytrel gëtt an engem zweestufege Prozess hirgestallt. An engem éischte Schrëtt gëtt aus de Rohstoffer an engem kontinuéierlech Prozess en Prepolymer gewonnen. No der Polymerisatioun gëtt de Prepolymer ofgekillt, granuléiert, der Gréisst no sortéiert, verpaakt an da stockéiert. An engem zweete Schrëtt, dem Compounding, gi verschidde Prepolymergranulater an engem Extruder mat Additiver vermëscht, fir definéiert Produkteegenschaften ze generéieren. De Compounding ass en diskontinuéierleche Prozess an no engem weideren Ofkillungs, Granuléier- an Drechenprozess kritt een de fäerdegen HytrelGranulat. Dat fäerdegt Granulat gëtt dann un de Client verschéckt fir et weider ze veraarbechten. Den Hytrel kann z.B. duerch Sprëtzguss, Extrusioun oder verschidde Géissverfahren an en Endprodukt
Visite bei DuPont
ëmgewandelt ginn. Den Hytrel huet eng héich Rëssfestegkeet di och fir bestehend Rëss gëllt, esou dass dës nëmme schwéier weiderwuesse kënnen. Di mechanesch Eegeschaften ëmfaasse Festegkeet a Steifegkeet grad esou wéi eng ganz gutt Schlaagzäihegkeet. D’Festegkeet vum Hytrel läit am Beräich vun 30 bis 82 Shore D. Géintiwwer Kuehlenwaasserstoffer a villen anere Flëssegkeeten ass e chemesch bestänneg. Dës Eegeschaft behält den Hytrel an engem Temperaturberäich vu -40°C bis +110°C bäi. Doriwwer eraus kann dësen thermoplastëschen Elastomer ënner anerem mat feierresistenten oder hëtztbestännegen Eegeschaften oder glasfaserverstärkt produzéiert ginn. D’Uwendungsgebiddder vum Hytrel si grad esou vaste wéi seng Eegeschaften. Als Verbingselement tëscht de Schinnen an de Schwëlle bei Héichgeschwindegkeetszich, als Bestanddeel vun Airbag-Eenheeten, am Miwwelbau oder a medizineschen Apparate léisst sech dëst villsäitegt Material benotzen.
Visite bei DuPont
E puer Gruppefotoe méi spéit a mat vill neiem Wëssen iwwer Dupont an Hytrel war et dunn un der Zäit de Guiden e grousse Merci fir di flott Visite ze soen. G.B.
bulli Fréijoer 2014 l 21
Journée de l‘Ingénieur
Den 8 Februar hunn eis Kollege vun der ALI rëm op hier “journée de l’ingénieur” invitéiert, fir genau ze si schonn déi 55.! Ageluede waren all d’Membere vun der ALI, domadder och d’Studente vun der ANEIL, an eng ganz Rëtsch VIPs wéi Ministeren an Diplomaten. Vun der ANEIL sinn der eng gutt 20 an d’Chambre des métiers komm fir dem interessante Programm nozelauschteren an nei Leit kennen ze léieren. Ugefaangen huet den Yves Elsen, de President vun der ALI, mat enger Zesummefaassung vun den Aktivitéite vun 2013, zemools iwwert déi verschidde Programmer wei d’”Engineering Trainee Days” an iwwert eise gemeinsame grousse Stand op der Foire de l’étudiant. Am grousse ganze war d’Zukunft vum Ingenieur zu Lëtzebuerg e roude Fuedem, dee sech duerch déi ganz Presentatioun gezunn huet, schliisslech muss sech och d’ALI ëm seng Zukunft an ëm eist gemeinsamt Ziel këmmeren: d’Erhalen an d’Promotioun vum Image vum Ingenieursberuff. Sou waren och d’Memberszuelen e wichtegt Thema: d’ALI zielt am Moment 1400 Memberen, dovunner gutt 200 vun der ANEIL (dir wësst jo, dass der all als Member vun der ANEIL och automatesch “membre non votant” vun der ALI sidd!)
22 l bulli Fréijoer 2014
De nächsten Orateur war keen anere wei eise frësch gewielte Premier Ministre, den Här Bettel. Och säin interessante Virtrag ass iwwer d’Zukunft gaang: mam Titel „Défis et Opportunités du Luxembourg dans les années à venir“ huet den Här Bettel eis en Abléck a seng Strategien a Pläng fir eist Lëtzebuerger Land ginn. De Premier ass fir d’éischt op d’Geschicht vum Ingenieur agaang, notamment iwwert de renge konstruktive Charakter vum Ingenieursberuff. Hei kenne laut him Parallele gezu ginn zu der Politik, wou, trotz “mir wëlle bleiwe wat mer sinn”, net akzeptéiert ka ginn dass mer “stoe bleiwe wou mer sinn”. E weideren Aspekt deen dem Här Bettel um Ingenieur gefält, ass d’Rationalitéit vun der Appreciatioun vun Zuelen a Fakten an de Wëllen, Problemer unzepaken an ze léisen. En Aspekt dee laut him an der Politik genau sou wichteg ass wei an der Industrie, ass d’Wouerecht ze soen an net “duerch d’Blumm ze schwätzen”. E wichtege Punkt war déi allgemeng Kriselage vun de Länner. Och wann d’Kris eis net sou beréiert wei aner Länner, ass et awer wichteg fir ze erkennen, dass och bei eis gehandelt muss ginn. Mat engem
Journée de l’Ingénieur
projektéierte Budgetsdefizit vun 1 Milliard Euro muss och den Här Bettel a säin Team handelen an Décisiounen treffen. Eng Parallel vum Ingenieur an dem gudde Politiker ass d’Analys: de Premier ass sech bewosst, dass d’Leit am léifste schonn den Dag no der Vereedegung Entscheedunge gesinn hätten, mä ebe grad d’Analys géif hei ze kuerz kommen. Fir d’éischt muss laut him d’Ziel definéiert ginn, fir en anstännege Plang ze erstellen.
E grousse Problem ass den internationalen Drock, deen op de lëtzebuergesche Bankesystem ausgeübt gëtt. Dee krut den Här Bettel zum Beispill rezent an Däitschland ze spieren, och wann d’Madame Merkel zu der Freed vun eisem Premier virun der internationaler Presse kloer gemaach huet, dass de lëtzebuergesche Reformwëlle respektéiert an appréciéiert gëtt. Net ze vergiesse bei där ganzer Rationalitéit ass awer dat wat hannert de ganzen technesche Chifferen an Termë steet: de Bierger, de Mënsch. Dofir ass den Här Bettel dankbar fir seng Experten a seng Ministeren, déi en ëmmer rëm op d’Reegelen an d’Hannergrënn hannert de politeschen Entscheedungen hiweisen. Politesch Experten dierfen sech, genau wei technesch Experten, net isoléieren an an hirem Eck eppes fir sech schaffen. Et muss een sech zesumme mat anere kompetente leit un den Dësch setzen, an net nëmmen seng eege Politik, mä déi richteg Politik fir d’Land maachen! Vu Secteuren ass den Här Bettel besonnesch stolz op den ICT (Information and communications technology), deen hie jo och als Kommunikatiounsminister direkt betrëfft.
Journée de l’Ingénieur
Lëtzebuerg huet hei scho viru Jore grouss investéiert, zu enger Zäit wou déi meescht nach dru gezweiwelt hunn. Haut ka Lëtzebuerg déi Friichten ernten, si mer dach net mat un der Spëtzt vum internationalen ICT Maart. Déi wichteg Secteure fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg bleiwen, wei och schonn de Minister Schneider virun engem Joer op der selwechter Plaz kloer gemaach hat, ICT, Biotech, Logistik an Industrie. Déi meescht Entreprise komme laut dem Premier jo net wéinst klimateschen oder historesche Grënn op
Lëtzebuerg, sou dass et och hei gëllt, sech gutt ze verkafen. E groussen Atout ass a bleift d’Sproochefähegkeet vu Lëtzebuerg. Weidere Fokus well den Här Bettel op d’Recherche zu Lëtzebuerg leeën. Beim Thema Héichschoulpolitik schwätzt eise Premier sech, wei scho säit laangem, staark fir d’Mobilitéit vum Student aus: e weidere grousse Virdeel vun de lëtzebuergeschen Akademiker ass, nieft de Sproochen, déi quasi automatesch Auslandserfahrung duerch de Studium am Ausland. Als Ofschloss huet de Xavier Bettel nach eng kéier zesummegefaasst, wat him wichteg schéngt fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg: Recherche, Wëssen an eng gerecht Sozialpolitik; dëst soll hëllefen aus Lëtzebuerg dat Land ze maache wou mer all wunne wëllen, wou mer all schaffe wëllen, wou mer all liewe wëllen. Xavier Bettel: „Soyons fiers, ne nous cachons pas!“. No där flotter Exkursioun duerch d’Gemeinsamkeete vum Ingenieur a Politiker, huet d’ALI jidderee nach op e gudde Patt invitéiert, wou all Generatioun a Beruffsstand sech nach konnt e bësse kenneléieren. Venant Pirotte Fotoen: ALI
bulli Fréijoer 2014 l 23
EYE@Sarajevo 2014 European Young Engineers (EYE) ass eng europawäit Associatioun vun Ingenieursstudenten a jonken Ingenieuren. Et ginn all Joer 2 Konferenzen an 2 europäesche Stied, wou sech eng gutt 100-150 jonk Leit treffen, fir zesummen ze léieren, ze diskutéieren an sech ze ameséieren. D’ANEIL ass Member vun EYE, an domadder ass all Member vun der ANEIL automatesch och Member vun EYE an dierf bei de Konferenzen partizipéieren. Detailer fir déi nächst Konferenz: EYE@Sarajevo 2014 Wou: Sarajevo, Bosnien-Herzegowina Wéini: 30 Mäi – 1 Juni 2014 Programm: Industrie Visite, VIP Virträg, Workshops, Gala Dinner, Kulturell Visiten, Party, … Käschten: 160€ (Konferenz, 2 Nuechten Hotel, Iessen, Visiten an Transport a Sarajevo selwer) Fir déi Leit déi interesséiert sinn: mellt iech beim Venant (venant.pirrotte@aneil.lu), hien ass rëm dobäi an hëlleft iech bei der Umeldung a bei weidere Froen. www.eyesarajevo2014.com www.e-y-e.eu
Studieninformatiounen
Studéieren ass e grousse Schrëtt am Liewen an erfuerdert vill Organisatioun an Informatioun ier een ufänkt. Fir all déi Froen, déi um Wee dohinner opkommen ze beäntweren a fir ze erklären, firwat e Studium flott a wichteg ass, bedeelegt sech d‘ANEIL un de Studieninformatiouns-Programmer vun der ACEL a vun de Lycéeën. Bei deenen Evenementer, déi normalerweis vun de Lycéeë selwer veranstalt ginn, sinn ëmmer 2-3 Leit vum Comité präsent, fir de Schüler den Ingenieursstudium méi no ze bréngen. Ënnerstëtzt vu Powerpoint Presentatiounen an eiser Brochure, dem „Let‘s Engineer“, erkläre mer do, wat fir Studien a Beruffer et an der Welt vun de Naturwëssenschafte gëtt a wéi dat ausgesäit um Wee an, an duerch de Studium.
selwer wéi schwéier et oft war, Entscheedungen ze treffen an sech duerch ufänglech Problemer ze kämpfen. Zéckt dohier net, jidderengem an ärem Ëmfeld, deen am Moment virun ähnlechen Entscheedunge steet, un d‘Häerz ze leeën, eis Brochure, de „Let‘s Engineer“ (www.aneil.lu), duerchzeliesen a sech un eis ze wende fir weider Informatiounen.
Hugo Simões Martins
Dëst Joer ware mer schonn um Geesseknäppche fir de Michel Rodange an den Aline Mayrisch, zu Wolz am Lycée du Nord, zu Diddeleng fir de Lycée Nic Biever an zu Diekirch fir de Lycée Classique . A noer Zukunft warden nach de Fieldgen, de Lycée Ermesinde an d‘Escher Lycéeën op eis. Dës nobel Missioun ass e wichtegen Aufgabeberäich vun der ANEIL, wësse mir Studenten dach alleguer
Studieninformatiounen
bulli Fréijoer 2014 l 25
Witzer Ein Mathematiker, ein Physiker und ein Ingenieur sollen das Volumen eines kleinen roten Gummiballs ermitteln. Der Mathematiker misst den Durchmesser und rechnet dann das Volumen aus. Der Physiker taucht den Ball in einen Eimer voll Wasser und schaut nach was für eine Wasserverdrängung er hat. Der Ingenieur guckt in der „DIN für kleine rote Gummibälle“ nach.
Ein Ingenieur der nicht säuft, ist wie ein Motor der nicht läuft.
Drei Ingenieurstudenten diskutieren, wer wohl den menschlichen Körper erschaffen hat. Der erste sagt: „Es war ein Maschinenbauer. Schaut Euch doch nur die vielen Gelenke an.“ Der zweite: „Nein, es war ein Elektrotechniker. Das Nervensystem besteht aus tausenden von elektrischen Verbindungen.“ Der letzte schließlich: „Nein, es war ganz bestimmt ein Bauingenieur. Wer sonst würde eine Abwasserleitung mitten durch ein Vergnügungszentrum legen?“
Was ist Pi? Mathematiker: Pi ist die Zahl, die das Verhältnis vom Umfang eines Kreises und seinem Durchmesser angibt. Physiker: Pi ist 3,1415927 plus/minus 0,00000005. Ingenieur: Pi ist ungefähr 3.
? fleißig = faul +
fleißig
nicht fleißig
=
nicht faul
=
faul
__________________________________________________ fleißig + nicht fleißig
=
nicht faul + faul
fleißig . (1 + nicht)
=
faul . (nicht + 1)
=
faul
fleißig
| : (1 + nicht)
q.e.d.
26 l bulli Fréijoer 2014
Witzer
Table Ronde 2014 Freides den 18.Abrëll um 14:30 am Forum DaVinci Um Karfreiden fënnt dëst Joer erëm eis traditionell Table Ronde statt. Dës alljährlech Aktivitéit bidd all iech Memberen d’Geleeënheet fir verschidde lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren mat dem Zweck éischt Kontakter tëschent de Studenten an hire potentiellen Employeuren ze erméiglechen. Dës Geleeënheet ass net nëmmen interessant fir déi Studenten déi hire Studium geschwënn ofschléisse wäerten, mee och fir déi déi no enger Stagesplaz sichen. Hei kriss du Informatiounen aus éischter Hand. De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus: 15h00 Rendez-vous 15h30 Presentatiounen 17h30 Receptioun Umelle kennt dir iech iwwer eise Facebook Event un.