InfoBlat °01 15

Page 1

°01 15 Den Analytesche Bericht vun der Stad Déifferdeng

GEMENGEROTSSITZUNGE VUM 28. JANUAR 2015 A VUM 4. MÄERZ 2015


°01 15

L’AUDIO DES SÉANCES DU CONSEIL COMMUNAL EST DISPONIBLE SUR WWW.DIFFERDANGE.LU

COMPTE-RENDU DU 28 JANVIER 2015 3-39

ÉDITEUR Administration communale de la Ville de Differdange, B.P. 12, L-4501 Differdange T. 58 77 1-11 | F. 58 77 1-1210 | www.differdange.lu | mail@differdange.lu RÉALISATION Service Média et Communication IMPRIMEUR Imprimerie Heintz, Pétange

COMPTE-RENDU DU 4 MARS 2015 40-83 ETAT CIVIL 84-87

TIRAGE 10 000 exemplaires © PHOTOS Cover: Claude Piscitelli DIFFMAG, imprimé sur du papier 100 % recyclé. La revue est distribuée gratuitement à tous les ménages de la commune de Differdange. Édition: 01/2015, ISSN: 1561-7262, titre clé: Informatiounsblat

Ville de Differdange


SÉANCE DU CONSEIL COMMUNAL DU MERCREDI 28 JANVIER 2015 CONSEILLERS PRÉSENTS: Roberto Traversini, bourgmestre (déi gréng) Erny Müller, 1er échevin (LSAP) Tom Ulveling, échevin (CSV) Fred Bertinelli, échevin (LSAP) Georges Liesch, échevin (déi gréng) François Antony (LSAP) Gary Diderich (déi Lénk) Jos Glauden (DP) Martine Goergen (DP)

Pierre Hobscheit (LSAP) Robert Mangen (CSV) Marcel Meisch (DP) Ali Ruckert (KPL) Christiane Saeul (DP) Pierrette Schambourg (CSV) Fränz Schwachtgen (déi gréng) Arthur Wintringer (DP)

ABSENTS/EXCUSÉS: Carlo Bernard (DP) Pascal Bürger (DP)

ORDRE DU JOUR SÉANCE PUBLIQUE 1. Communications du collège des bourgmestre et échevins 2. PAG et PAP a) modification ponctuelle du PAG «zone superposée maisons unifamiliales» — vote du conseil communal suivant article 14 de la loi du 19 juillet 2014 concernant l’aménagement communal et le développement urbain; b) modifications ponctuelles du PAG «Entrée en ville», «rue de la Chiers» et «rue de la Montagne» à Differdange — saisine du conseil communal suivant article 10 de la loi précitée sous a); c) PAP «Terrasses de la Ville» dans la Grand-rue à Differdange du Fonds du Logement — convention et plans d’exécution. 3. Actes et conventions a) convention 2015 maison relais pour enfants; b) convention 2015 crèches et foyers de jour pour enfants; c) contrats de bail dans le bâtiment 1 du 1535°C. 4. Règlements communaux a) règlement-taxe — création d’un chapitre A-8 intitulé «Relations publiques et communication» b) relevé des nuits blanches officielles pour 2015; c) règlements temporaires de circulation. 5. Questions

SÉANCE NON-PUBLIQUE 1. Personnel communal a) démission d’un éducateur gradué; b) départ à la retraite d’une aide-éducatrice; c) contrats à durée déterminée au sein de l’école de musique ainsi que des structures d’accueil.

3


1. COMMUNICATIONS ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ouvre la première séance de l’année 2015. Il souhaite une bonne santé à toutes les personnes présentes. Il excuse M. Bürger et M. Bernard, qui ne peuvent être présents aujourd’hui. Monsieur Bernard est président d’une commission du TICE et assiste à une présentation de bus. Le bourgmestre passe aux communications. Depuis l’année dernière, le collège échevinal élabore un PPF. Roberto Traversini présentera quelques données aujourd’hui, puis de nouveau en juin. Une circulaire du ministère annonce des rentrées d’argent plus importantes à l’avenir à travers l’impôt commercial et la dotation de l’État. Cette année, la commune a reçu 39 millions en impôt commercial et 19 millions en dotation. Ces chiffres devraient grimper à 42 millions et 21 millions l’année prochaine, 45 et 22 millions en 2017 et 49,5 et 23 millions en 2018. Le collège échevinal souhaite que le montant nécessaire au remboursement de la dette communale ne dépasse pas 5 ou 6 % du budget ordinaire. Si on inclut l’emprunt de 10 millions prévu cette année, mais qui ne sera probablement pas contracté, la dette atteindra 85 millions. Ce montant inclut des sommes qui sont remboursées à travers des loyers. Par ailleurs, fin 2018, la dette devrait passer à 82 millions. Au cours des quatre prochaines années, la commune investira 90 millions. Pourtant, lors des débats budgétaires, on a reproché au collège échevinal de manquer de clairvoyance. Les investissements dans les maisons relais et les écoles se poursuivront. 10 millions sont prévus pour la création d’emplois, notamment à 1535 °C et d’autres zones. 6 millions sont destinés à l’environnement et 30 millions aux équipements collectifs. La commune achètera des terrains. Il faudra aussi prévoir la deuxième phase de renouvellement du parc automobile. Les ateliers communaux doivent déménager depuis dix ans, entre autres parce qu’ils sont trop petits. Un terrain à Niederkorn a été acheté dans ce contexte. 11 millions seront alloués aux loisirs, la culture et le sport. Des terrains doivent être remis en état et des aires de jeux aménagées. Le centre sportif d’Oberkorn doit, quant à lui, être rénové. Avec 10 millions pour les écoles et 13 pour les structures d’accueil, le collège échevinal démontre qu’il continue à investir dans les enfants et qu’il réfléchit au-delà de 2017.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Schéine gudde Mëtten. Mir géifen da mat der éischter Gemengerotssëtzung vun dësem Joer ufänken. Ech wënschen iech wierklech eng gutt Gesondheet, dat kann een nach wënschen. Ech mengen, et ass am Fong geholl dat Wichtegst. Well fir de Rescht, mengen ech, datt mer vill hunn. Ech wéilt awer zwee Leit entschëllegen. Dat ass den Här Bürger an den Här Bernard Carlo, déi de Mëtten net kënne kommen. Den Här Bernard ass President vun enger Kommissioun am TICE an déi hunn haut Presentatioune vu Bussen. Dofir ass en net do an en huet mech gebieden, iech dat aIl dann och esou matzedeelen. Mir géifen da mat der Gemengerotssitzung ufänken. A bei de Kommunikatiounen hu mer am Fong geholl zwou Saachen. Dir wësst jo, datt et vum leschte Joer un nei ass, datt e PPF virgestallt gëtt. An domadder hutt der deen dann do leien. Ech géif just e puer Zuele wëllen ernimmen an da wäert datselwecht nach eng Kéier am Juni gemaach ginn, well mir sollen dat zweemol maachen. Wann der déi Säite gekuckt hutt, wou der kritt hutt, gesitt der an der Circulaire, déi mer vum Ministère kritt hunn, datt mer déi nächst Jore wäerte méi Suen erëmkréien. Ech hoffen alt, datt et esou wäert stëmmen. Den Impôt commercial geet déi nächst Joren an d’Luucht. An de Fonds de dotation financier och. Mir hunn dëst Joer 39 Millioune kritt. An 19 Milliounen Dotatioun. Wann et esou géif weidergoen, wéi et dann an der Circulaire steet, dann hätte mer d’nächst Joer 42 Milliounen an 21 Milliounen. Fir d’Joer 2017, 45 an 22. 2018 géife mer dann 49,5 Impôt commercial kréien an 23 Millioune Fonds de dotation. Dat steet an där Circulaire, déi mer vum Ministère kritt hunn. Wichteg ass och, datt mer eis virgeholl haten, d’Schold vun der Gemeng net méi

4

héich ze dreiwe wéi ongeféier déi 5-6% am ordinäre Budget, fir déi ze bezuelen. Mir leien am Moment, Enn 2015, bei 85 Milliounen Euro Emprunt. Do sinn déi 10 Milliounen Euro Emprunt vun dësem Joer mat dran. Wa mer deen Emprunt géife maachen, wat menger Meenung no net wäert de Fall sinn — op alle Fall keng 10 Milliounen — hätte mer Enn des Joers eng Schold vu 85 Milliounen. Et muss een och soen, do si Scholden dra vun Terraine respektiv vun der EDIFF, déi mer iwwer d’Loyeren erëmkréien. A wa mer elo esou géife weider schaffen, wéi mer eis dat virgeholl hunn déi nächst Joren, wiere mer Enn 2018 op 82 Milliounen. A mir géifen och nach déi nächst zwee Joer zwee kleng Emprunten huelen, fir dat kënnen ze realiséieren, wat mer eis virgeholl hunn. Dat ass natierlech, wann alles esou optimal leeft, wéi mer eis dat elo virstellen. Mir géifen en extraordinären Investissement nach eng Kéier maachen, déi nächst véier Joer, vu ronn 90 Milliounen. Ech wollt iech och just déi Saachen opzielen, an déi mer weider investéiere wëllen, well mer hei jo bei der Budgetsdebatt och gesot kruten, mir hätte keng Wäitsiicht. Ech wëll Iech do weisen, datt dat net esou ass. Mir investéieren am Fong geholl weider, wou mer déi lescht Joren ëmmer dran investéiert hunn: d’Maisons Relais ganz vill. D’Schoule ganz vill. Nidderkuer, Déifferdeng an och Woiwer. Do gesi mer déi nächst Joren 13 Millioune vir. D’Création d’emplois. Fir Aarbecht ze schafen, gesi mer nach eng Kéier 10 Millioune vir, ënner anerem och am 1535° C an aner Zonen, déi mer kritt hunn, respektiv déi mer nach eng Kéier versiche vum Stat ze kréien. Fir alles, wat Environnement ass, gesi mer 6 Millioune vir. Dat ass, ënner anerem, och d’Kanalisatioun. Dat ass e ganz groussen Invest mam SIACH. Dat läit och dran. Mär wëllen 30 Millioune weider investéieren an Équipements collectifs, wéi mer dat esou nennen.


1. COMMUNICATIONS Da kafe mer Terrainen. Wat eise Fuerpark vun der Gemeng ubelaangt, mengen ech och, datt een eng Kéier mat der zweeter Phas ufänke muss. De Wangert. De Pompjeesschapp. Eis Gemengenatelieren. Do wësse mer zënter Joren, datt déi éischtens net méi dohinner gehéieren an zweetens ze kleng sinn. An do hu mer jo scho virun e puer Joren en Terrain zu Nidderkuer kaaft. Dat ass och an deenen 30 Milliounen dran. Mir wäerten och nach versichen, 11 Millioune fir alles wat Loisirs, Culture a Sport ass, ze investéieren. Mir denken drun, verschidden Terrainen erëm an d’Rei ze setzen. Vill Spillplaze weidermaachen. Da si mer och amgaangen, wierklech ganz haart nozedenken, eise Centre sportif zu Uewerkuer frësch ze maachen. Deen huet ganz vill Joren hannert sech. Nach eng Kéier: uewe waren 13 Millioune fir d’Structures d’accueils virgesinn. Nach eng Kéier 10 Millioune géife mer an d’Schoulen investéieren. Do gesitt der, datt mer versichen, op alle Fall wäit iwwer d’Joer 2017 ewechzedenken. An ech mengen, datt et awer am Fong geholl eng Weiderféierung ass vun deene Jore virdrun. Mir investéieren nach ëmmer vill an d’Kanner. Et ass och gutt esou. Dat gesot, wann do nach Nofroe wären, kënne mer eis roueg eng Kéier gesinn, fir méi Detailer ze kucken. Et ass graff. Mär kréien am Juli nach eng Kéier datselwecht. Do wësse mer vläicht och schonn e bësse méi, wat Impôt commercial an Dotation vum Stat ubelaangt. Wann dat natierlech esou wär, wäre mer extrem frou. Dann déi zweet Kommunikatioun. (Interruption de M. Diderich) Nee, nee.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Och am Juni net oder wéi?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir stëmmen herno net of.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Am Beräich Logement gesäit een net, dass iergendwéi eppes virgesinn ass. An ech hat jo fir d’Budgetsried och gesot, dass ech eng Rechnung gemaach hunn, wéi ee bis 2020 Dausend sozial Mietwunnenge kéint bauen. A wat dat fir de Budget géif ausmaachen. An elo mam Pluriannuel hunn ech dat nach méi konkret konnten ausrechnen. D’Rechnung weist, dass 2020 de Pourcentage vun de Scholde par rapport zu de Recettes ordinaires manner wier, wann een déi Investissementer géif maachen, wéi wann ee se net géif maachen. Ech wär frou, wann de Schäfferot dat géif considéréieren a vläicht bis Juni sech dat géif ukucken an iwwerleeën, ob een an déi Richtung awer net wierklech eppes ka maachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass esou, datt mer ganz kloer an d’soziaalt Logement weider wäerten investéieren. Dir wäert am Laf vun deenen nächste Wochen a Méint gesinn, wat mer do wëlles hunn. Är Iwwerleeung hu mer gutt nogelauschtert. Ech perséinlech an och de Schäfferot fannen, datt gutt Usätz do sinn. Mir wäerte versichen, verschidde Saachen ze maachen. Mä mir si wierklech amgaangen am soziale Wunnengsbau — awer net nëmmen am soziale Wunnengsbau — eppes ze maachen. Här Ulveling.

5

S’il reste des questions, le collège échevinal est disposé à fournir des détails ultérieurement. En juillet, la commune en saura peutêtre plus concernant l’impôt commercial et la dotation de l’État. (Interruption de Gary Diderich) Roberto Traversini répond qu’il n’y aura pas de vote.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle avoir fait un calcul visant à construire 1 000 logements sociaux d’ici 2020. D’après lui, le pourcentage de l’endettement communal par rapport aux recettes ordinaires serait moindre si les investissements en question étaient opérés. Le conseiller prie le collège échevinal de réfléchir à la suggestion et d’agir en conséquence.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’il est évident que les investissements dans le logement social se poursuivront. Au cours des prochains mois, les choses bougeront. Les réflexions de M. Diderich sont intéressantes. Le collège échevinal verra ce qu’il est possible de faire. Mais en tous les cas, des projets sont en cours dans le domaine du logement. Le bourgmestre cède la parole à M. Ulveling.

TOM ULVELING (CSV) rappelle avoir promis, il y a un an, de présenter un bilan culturel. C’est ce qu’il fera aujourd’hui. Il en profite pour remercier le personnel du service culturel pour le travail réalisé. Les conseillers communaux disposent de dépenses et de recettes détaillées. Ainsi, le Marché de Noël a coûté 64 000 euros contre 173 800 euros en 2013, soit une économie de 110 000 euros. Live am Park a coûté 17 706 euros, la Fête de la Musique 31 256 euros, le Public Viewing 5 800 euros et le Blues Express 133 000 euros grâce à un sponsoring à hauteur de 29 000 euros. 6 868 euros ont été dépensés pour Déifferdeng Live et 900 euros pour la White Night. La commune a dépensé 66 250 euros pour les expositions, soit 37 000 euros de moins que prévu. Le centre culturel Aalt Stadhaus a coûté 273 477 euros. Une moyenne de 107 visiteurs ont assisté aux 43 spectacles. Les revenus ont été inférieurs aux attentes à hauteur de 190 000 euros, notamment parce que le subside de 150 000 euros de la part du ministère de la Culture n’a pas été versé. Les conseillers communaux disposent aussi d’un relevé intéressant sur la location des salles. S’ils souhaitent des détails, les


1. COMMUNICATIONS / 2. PAG ET PAP conseillers peuvent se rendre chez Tom Ulveling à l’occasion. Le collège échevinal a aussi établi une nouvelle tarification relative à l’organisation des fêtes l’année prochaine. Quelques erreurs s’étaient glissées dans le document précédent.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à la décision historique qui a été prise le 1er octobre 2014. Jamais au cours des dernières années, le conseil communal n’a été félicité autant que cette fois-ci. Plus de 200 personnes ont participé aux réunions. Roberto Traversini estime que c’est la première fois que le conseil communal a vraiment fait quelque chose pour tout Differdange. Tout n’est pas parfait, mais au moins, il n’est plus possible de remplacer des maisons unifamiliales par des résidences. Avant la finalisation du PAG, il reste du temps pour voir ce dont la ville a besoin et ce que souhaitent les habitants. Seules trois personnes ont réclamé. Deux ont retiré leur plainte entre-temps. La dernière ne concerne pas directement le PAG, mais un terrain qui se situe en dehors du périmètre de construction à proximité du Rattem. Or l’intention de la commune depuis des années est d’exclure le Rattem dudit périmètre. Tout le monde peut déposer une réclamation et l’homme en question était bien préparé. Il a présenté deux variantes: une prévoyant la construction de résidences et l’autre de maisons unifamiliales. Bien que le terrain ne se situe pas dans le périmètre de construction, il a maintenu sa plainte. La commission d’aménagement a félicité la commune et a fait quelques propositions de modifications sur lesquelles reviendra M. Muller. En tout cas, la décision laisse le temps à la commune de préparer le PAG tout en satisfaisant les citoyens.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, wéi virun engem Joer ugekënnegt, wou ech mech engagéiert hunn, de Bilan culturel virzeleeën iwwer dat vergaangent Joer – wat ech och e bëssen als e Rapport d’activité ugesinn – wëll ech dat dann heimat maachen. An ech wëll och net vergiessen, eise Leit aus dem Service culturel Merci ze soen, déi iwwer dat Joer hei wierklech wäertvoll Aarbecht maachen an déi dat heiten alles erméiglechen. Dir hutt fir d’Éischt e ganz genauen Detail iwwer all Ausgaben an Einnahmen, déi mer bei deene verschidde Fester a Manifestatiounen haten. Ech wëll der e puer eraushuelen: De Marché de Noël 2013 huet 173.800 Euro kascht. 2014, dëst Joer also, war en op 64.000 Euro erofgaangen. Dat heescht en huet 110.000 Euro viraussichtlech manner kascht wéi dat Joer virdrun. Live am Park huet 17.706 Euro kascht. D’Fête de la musique huet 14.225 Euro kascht. D’Fête nationale huet 31.256 Euro kascht. De Public viewing huet 5.800 Euro kascht. De Blues Express huet 133.000 Euro kascht, dat Dank engem Sponsoring vun 29.000 Euro a wou mer jo och gesot hunn, dass mer versichen dat auszebauen. Déifferdeng live huet 6.868 Euro kascht. White night, eng nei Organisatioun d’lescht Joer, déi och e grousse Succès hat, huet nëmmen 900 Euro kascht. Da Bilan Expositiounen. Do hu mer 66.250 Euro ausginn. Dat waren der 37.000 Euro manner wéi virgesinn. Dann hu mer de Centre culturel Aalt Stadhaus. Dat huet 273.477 Euro kascht. Do hate mer 43 Spectaclë mat enger Duerchschnëttsbesichtegung vun 107 Visiteuren. Et feelen 190.000 Euro fir eisem Pronostic gerecht ze ginn. Déi kommen awer haaptsächlech dozou zustanen, dass mer dee Subsid vun 150.000 Euro, dee virgesi war, net vum Kulturministère kritt hunn.

6

Dann hutt der och hannendrun e Relevé d’occupation vun eise Gemengesäll. Ech mengen, dat ass och ganz interessant. Do kann een erausfannen, dass d’Aalt Stadhaus 101 Mol gelount ginn ass, den Hall polyvalent La Chiers 59 Mol, an esou weider. De Rescht hutt der ganz am Detail. Wann der nach gären aner Informatiounen hätt, kënnt der gären eng Kéier bei mer laanscht kommen. Da kënne mer dat zesumme beschwätzen. Dir hutt och eng Tarifikatiounslëscht mat de Präisser, déi mer wäerten am nächste Joer applizéieren, wat all eis Fester an Organisatioune vun der Gemeng ugeet. Déi Präislëscht, wéi der se elo haut virleien hutt, ersetzt déi, déi der am Dossier hat. Do waren een oder zwee kleng Feeler dran. Dofir ass dat hei déi richteg. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ulveling. Da géife mer zum zweete Punkt kommen. An ier ech dem Här Muller d’Wuert ginn, fir den A, de B an den C virzestellen, wëll ech awer op eis historesch Décisioun vum 1. Oktober nach eng Kéier zréckkommen. Et ass selten — op alle Fall déi lescht Jore war dat ni de Fall —, wann een esou eng grouss Ännerung am PAG mécht, déi déi ganz Gemeng betrëfft, datt deen hei Gemengerot — ech wëll net Schäfferot soen, mä Gemengerot, dir sidd all mat am Boot — op d’Schëller geklappt kritt. Mär hate Bierger- a Biergerinne-Versammlungen, wou iwwer 200 Leit do waren. An et ass awer déi éischte Kéier, wou ech ka soen, datt den Déifferdenger Gemengerot wierklech eppes gemaach huet fir ganz Déifferdeng. Mär wëssen, datt et net perfekt ass. Mär wëssen awer, datt et elo Stopp ass mat deenen Eefamilljenhaiser ofrappen an do Appartementshaiser dra maachen. Mär hunn Zäit, d’Bierger an d’Biergerinne mat anzebannen, fir datt si wëssen, wat mer amgaange sinn ze


2. PAG ET PAP maachen. Mir wëllen eise PAG Enn des Joers oder d’nächst Joer fäerdeg hunn. Dat gëtt eis Zäit, fir kënne mat hinnen ze diskutéieren a kucken, wat eis Stad wëll, wat mär heibanne wëllen, mä awer och wat d’Leit dobausse wëllen. Et ass flott ze gesinn, datt just dräi Leit reklaméiert hunn. Dir gesitt dat am Dossier. Den Här Muller wäert an den Detail agoen. Vun deenen dräi Leit, hunn zwee Leit hir Plainte zréckgezunn. Dat heescht, et ass nach eng bliwwen. A wann der dat genau kuckt, déi, déi bliwwen ass, huet am Fong geholl net direkt eppes mat der Ëmännerung vum PAG ze dinn. Well et ass eng Persoun, déi en Terrain huet, deen net am Bauperimeter ass. Et misst een de PAG änneren, fir deen Terrain an de Bauperimeter ze huelen. Mär hu gesot, dass mer den Erweidere vum Bauperimeter net wéilten. Dat ass beim Rattem. Eis Intentioun och viru Jore war souwisou de Rattem ganz aus dem Bauperimeter erauszehuelen. Déi Reklamatioun ass bliwwen. Jiddereen huet d’Recht ze reklaméieren. Ech muss och soen, dee Mann war ganz gutt virbereet. Hien huet zwou Variante gewisen. Eng Variant, wou en Appartementshaiser baue wollt an eng Variant, wou en Eefamilljenhaiser baue wollt. Mär hu ganz kloer gesot: „Dat ass net dat, wat mer am Moment wëllen“. Hien huet awer seng Reklamatioun oprecht erhalen. An dofir hutt der se am Dossier. D’Commission d’aménagement huet eis och Saache geschriwwen. Mär sinn am grousse Ganze gelueft ginn, wat jo net oft virkënnt! Do wäert den Här Muller dorop agoen, wat mer änneren, an déi Klengegkeeten, déi si eis virgeschloen hunn, ze änneren. Mir wäerten iech natierlech virschloen, datt mer dat dann esou maachen. Ech mengen, datt et wierklech eng flott Décisioun ass, déi eis heibanne wierklech Zäit gëtt, deen neie PAG esou auszebauen, datt déi

meescht Leit zu Déifferdeng herno zefridde sinn. Här Muller, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, ech wëll zum Punkt A vun de Modifications du PAG Stellung huelen. An zwar betrëfft dat d’Zone superposée fir d’Maisons unifamiliales. De Gemengerot huet unanime d’Modification ponctuelle vum PAG betreffend enger Zone superposée Maisons unifamiliales den 1. Oktober 2014 décidéiert.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et war net unanime. Et ware 7 Enthalungen.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Jo.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ware 7 Enthalungen dobäi.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Da wëll ech dat nach eng Kéier revidéieren. Also mat Majoritéit…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat ass richteg. (Gelächter)

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Mat Majoritéit ass déi Décisioun geholl ginn. Den 8. Oktober huet heizou eng ëffentlech Presentatioun am ale Stadhaus stattfonnt, wou de Sall, wéi den Här Buergermeeschter scho gesot huet, bis op déi lescht Plaz gefëllt war.

7

ERNY MULLER (LSAP) passe à la zone superposée maisons unifamiliales. Le 1er octobre, le conseil communal a approuvé à l’unanimité la modification ponctuelle du PAG. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle que la décision n’était pas unanime. Sept conseillers communaux se sont abstenus.

ERNY MULLER (LSAP) revient sur ses propos. La décision a été prise avec une majorité des voix.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) est satisfait. (Rires)

ERNY MULLER (LSAP) signale que beaucoup de monde a assisté à la réunion d’information du 8 octobre. La population a réagi favorablement à une décision visant à mettre un terme à la croissance incontrôlée de la population à cause de la disparition de maisons unifamiliales au profit de résidences. Deuxièmement, il faut améliorer la qualité de vie dans les quartiers et troisièmement, maîtriser le problème des places de stationnement. Dans son avis du 5 décembre, la commission d’aménagement a salué l’initiative des autorités communales, car elle permet entre autres de préserver le patrimoine et la mixité du logement. Pour ce qui est des parcelles avec une servitude d’urbanisation concernant les maisons unifamiliales, la commission partage aussi le point de vue de la commune: lors du réaménagement d’un immeuble, le nombre de logements ne peut pas être augmenté. Parmi les exceptions figurent les structures médicales et paramédicales, les hôtels, les internats, les logements pour étudiants et les logements pour les demandeurs d’asile. D’une manière générale, la mesure ne concerne pas les immeubles dans les bretelles d’accès à l’exception de la rue de la Montagne, dans laquelle il serait difficile d’aménager des places de stationnement pour une résidence. Pour le reste, le collège échevinal a essayé d’appliquer les mêmes règles partout. Parmi les trois réclamations déposées, deux ont été retirées. La première concernait une demande remise avant l’entrée en vigueur de la mesure le 1er octobre 2014. La deuxième concernait le nombre de places de stationnement auprès des résidences et la protection de façades dans la rue Roosevelt. Elle a été retirée suite aux explications fournies.


2. PAG ET PAP La dernière réclamation porte sur la zone «Um Rattem». Le terrain en question se trouve en dehors du périmètre de construction. Or le collège échevinal n’a pas l’intention d’élargir le périmètre. Comme le terrain ne se trouve pas dans le PAG, Erny Muller ne sait pas si la réclamation est recevable.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) estime que la mesure prise par le collège échevinal demandait une dose certaine de courage politique. Les réactions sont pour la plupart positives. Les réclamations ont été peu nombreuses. Les socialistes estiment qu’il sera possible de contrôler la croissance démographique de manière plus efficace. C’est important, car plus la population augmente, plus cela engendre des frais d’infrastructure. Ceux-ci ont explosé au cours des dernières années, notamment pour la construction d’écoles et de maisons relais. Le conseiller communal se demande comment on peut prétendre — comme cela est le cas dans une lettre figurant dans le dossier — que la mesure ne permettra pas de contrôler la croissance démographique sans fournir d’explication. Le rapport de la commission d’aménagement est, quant à lui, moins polémique. Il salue la décision de la majorité tout en soulignant certaines faiblesses. Le LSAP espère que le collège échevinal tiendra compte des critiques et qu’il apportera des précisions là où c’est nécessaire. La population doit savoir clairement pourquoi certaines rues sont concernées par la mesure et d’autres non. Comme il l’a dit tout à l’heure et le 1er octobre, Pierre Hobscheit pense que le collège échevinal va dans la bonne direction et lui apporte le soutien du parti socialiste.

Eis Populatioun huet sech ganz positiv iwwer dës Mesure geäussert, déi drop hinziilt, an ech wëll et nach eng Kéier ganz däitlech hei erwähnen, dat onkontrolléiert Wuessen, bedéngt doduerch, dass d’Eefamilljenhaiser op d’Käschte vu Residenze verschwannen, definitiv ze bremsen. Zweetens d’Liewensqualitéit an de Quartieren ze erhalen a souguer ze verbesseren. An drëttens d’Problematik vum Verkéier an och d’Parkgeleeënheete besser an de Grëff ze kréien an esou weider. Och d’Commission d’aménagement huet an hirem Avis vum 5. Dezember 2014 d’Initiativ vun der Gemeng Déifferdeng ganz däitlech begréisst. An ech zitéieren: «La commission estime par conséquent que l’initiative prise par les autorités communuales est fort louable, alors que cette mesure permet effectivement la sauvegarde du caractère spécifique de certains quartiers de la commune de Differdange». Si schwätzt awer och vun enger «Protection du patrimoine», eng Mesure, déi mer an eisem neie PAG, am Kader vum sougenannte Fassade-Regëster, jo virgesinn hunn. Grad esou wéi d’Mixitéite vum Logement, deenen och an der Reform vum PAG Rechnung gedroe gëtt. Wat elo d’Parzellen ubelaangt, wou eng Servitude d’urbanisation, betreffend d’Maisons unifamiliales drop ass, esou äussert sech d’Kommissioun identesch wéi et och vun der Gemeng virgesinn ass. Dat heescht bei Renovatioun oder Transformatioun vun engem bestehende Gebai, däerf d’Zuel vun de bestehende Logementer net erhéicht ginn. Ausnahmen heizou sinn, wéi si et och hei schreiwen, d’«Structures médicales et paramédicales, les hôtels, les internats, les logements pour étudiants ainsi que le logement destiné à l’accueil de demandeurs de protection internationale». Mär hunn dës Bemierkunge vun der Kommissioun mat an den definitiven Text vun der Partie écrite op der Säit 37 mat erageholl. Wat elo de Choix vun der Gemeng betreffend der ze schützende Zon ubelaangt, esou hu

8

mer an der Regel d’Gebaier a sougenannten Zoubréngerstroossen net mat abezunn. Dat heescht, mir hunn déi net geschützt. Eng Ausnahm heifir ass d’Rue de la Montagne, wou et ganz schwiereg ass, déi fir eng Residenz noutwendeg Unzuel vu Parkgeleeënheeten ze schafen. An dofir ass d’Rue de la Montagne geschützt ginn. Dat ass och eng Fro, déi d’Commission de l’aménagement eis stellt. Et ass ganz kloer: mir hu versicht, ëmmer de Gläichheetsprinzip ze maachen, iwwer d’ganz Gemeng, ausser wéi gesot an der Rue de la Montagne wéinst der Typologie an der Problematik vun de Parkplazen. Dann nach e Wuert zu de Reklamanten. Et sinn dräi Reklamatioune schrëftlech agereecht ginn. Dovu sinn der zwou zréckgezu ginn. Bei där éischter huet de Fait, dass eng Demande virum Termin vum 1. Oktober 2014 an der Gemeng war, d’Realisatioun vun de Projeten net a Fro gestallt. An déi Concernéiert hunn hir Reklamatioun zréckgezunn. Eng zweet Reklamatioun, wou et an der Haaptsaach ëm eng genügend Unzuel vun de Parkplazen an de Residenze gaangen ass an och d’Erhale respektiv de Schutz vun de Fassade beim Opriichte vu Residenzen, speziell och an der Rue Roosevelt an an der Héisengerstrooss, ass opgrond vun deenen néidegen Erklärungen zréckgezu ginn. Et bleift dann nach eng Reklamatioun ze erwähnen, déi oprecht erhale gouf. An zwar handelt et sech ëm eng Zon um Rattem, net wäit vum Espace H 2O, dem fréiere Waasserbaseng. Dësen Terrain läit an der äusserer Bebauungsgrenz a misst eréischt duerch eng Modification ponctuelle mat uschléissendem PAP an de Bauperimeter mat erageholl ginn. Wéi och schonn erkläert ginn ass, huet dës Koalitioun awer festgehalen, keng Erweiderung vum Bauperimeter, a scho guer net op dëser Plaz vum Rattem, virzehuelen. Ech froe mech allerdéngs och, ob d’Reklamatioun, vu dass si sech jo op


2. PAG ET PAP en Terrain bezitt, deen net am PAG ass, iwwerhaapt recevabel ass.

am Dossier hunn, gemaach gëtt, fannen ech erstaunlech.

Ech mengen, ech hätt iech elo all Erklärunge ginn, a wär frou, wa mer d’Modification betreffend de PAG Zone superposée Maisons unifamiliales esou kéinte stëmmen. Merci fir är Opmierksamkeet.

Méi equilibréiert a bei Wäitem manner polemesch, ass schonn de Rapport vun der staatlecher Commission d’aménagement. Den Här Muller ass schonn op dësen Avis agaangen. Hei gëtt d’Approche vun der Majoritéit generell begréisst. Ma et gëtt awer och, mat Recht, op verschidde Schwächte vum Reglement, esou wéi mer et gestëmmt haten, higewisen. Als LSAP-Fraktioun hoffe mir, an ech mengen, dat schéngt jo och schonn zum Deel geschitt ze sinn, dass de Schäfferot de Kritike vun der Kommissioun wäert Rechnung droen. An do, wou dat gefrot ass, déi néideg Prezisiounen nach wäert ginn. Effektiv wär et och am Interessi vun eiser Populatioun, wa fir all Mënsch zu honnert Prozent kloer wär, firwat eng bestëmmte Strooss vun dëser Mesure betraff ass an eng aner vläicht net.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Muller. Här Hobscheit, Dir hutt d’Wuert.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, wéi mer den 1. Oktober hei op dëser Plaz eng éischte Kéier iwwer dës Modifikatioun vum PAG diskutéiert hunn, hunn ech vun engem Schrëtt geschwat, zu deem e gewësse politesche Courage gehéiert. Där Meenung sinn ech, an och d’LSAP, nach haut. Wann een d’Reaktiounen op dës Décisioun kuckt, gesäit een, dass dës gréisstendeels positiv sinn. Reklamatiounen, et gouf elo hei schonn ugeschwat, goufen et der nëmme ganz wéineg. A wann ech verschidden Dokumenter an eisem Dossier fir d’Sitzung vun haut kucken, muss ech soen, kann ech nëmme staunen. Als LSAP-Fraktioun si mer nämlech nach ëmmer der Meenung, dass dëse Schrëtt säin Deel wäert derzou bäidroen, fir eise Populatiounswuesstum besser steieren a kontrolléieren ze kënnen. Dass dat wichteg an noutwendeg ass, doriwwer hu mer hei jo schonn oft genuch geschwat. Well méi Populatioun bréngt natierlech och méi Käschten am Beräich vun den Infrastrukture mat sech. Déi Käschte sinn an de leschte Joren zum Deel explodéiert, well een net méi hannendru komm ass mam Bau vu Schoulen a Betreiungsstrukturen. An einfach ze behaapten duerch dës Mesure, déi hei geholl gouf, kéint een de Bevëlkerungswuesstum net kontrolléieren, ouni dat weider ze erklären, esou wéi dat an engem Bréif, dee mer

Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, ech sot et schonn am Ufank vu menger Interventioun, an ech sot et schonn op dëser Plaz den 1. Oktober: Mär ginn hei mam néidege politesche Courage a genee déi richteg Richtung. D’LSAP wäert déi Modifikatioun jiddefalls haut an och an Zukunft weiderhin ënnerstëtzen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Meisch.

Hobscheit.

Här

MARCEL MEISCH (DP): Här Buergermeeschter, léif Kolleegen, Kolleeginnen, am Numm vun der DP wëll ech nach eng Kéier kuerz op déi Affär agoen. Déi gréissten Oppositiounspartei war net dobäi, wéi verschidde Saache beschloss gi sinn. A mir waren och guer net gefrot ginn. Wichteg ass et, an domat si mer och d’accord, datt eng urbanistesch Entwécklung e wéineg muss kontrolléiert ginn. Déi dicht Bauweis am Zent-

9

MARCEL MEISCH (DP) souhaite prendre position au nom du parti démocratique. Le plus grand parti de l’opposition n’a pas été consulté lorsque certaines décisions ont été prises. On ne lui a rien demandé. Il est clair que le développement urbain doit être contrôlé dans certains cas. Mais la densité de construction dans le centre-ville, par exemple, est pertinente. En outre, la mesure risque d’isoler plusieurs quartiers. La commission d’aménagement donne d’ailleurs raison en partie au DP. Dans un des articles du rapport, elle souligne le manque d’argumentaire quant à la sélection ou l’exclusion de certaines zones pour la superposition de la servitude. La délimitation des zones doit se faire sur base de critères bien définis et appliqués à l’ensemble du territoire communal. Ces remarques reprennent en quelque sorte les propos du DP du 1er octobre. Marcel Meisch espère que lorsqu’il sera question du PAG, le parti démocratique sera consulté au préalable pour qu’il donne son avis. Le DP est d’accord avec le concept, mais pas avec sa mise en œuvre, qui est trop restrictive et pas assez réfléchie. C’est pourquoi il s’abstiendra lors du vote. ALI RUCKERT (KPL) salue cette mesure qui permet de soulager la situation dans les différents quartiers. Malheureusement, elle arrive tard. De nombreuses décisions ayant eu des effets négatifs ont déjà été prises. Le conseiller communal aurait préféré que le principe d’égalité soit appliqué dans une plus grande mesure. Une bretelle d’accès amène davantage de trafic dans le centre. Mais cela ne constitue pas une raison pour en faire une exception. L’explication fournie pour la rue de la Montagne est quant à elle tout à fait pertinente. L’orateur se réjouit de ce que le collège échevinal ne prévoit pas d’élargissement du périmètre de construction. Au contraire, il faudrait réduire celui-ci afin de préserver certaines zones. Y aménager des résidences ou des immeubles n’irait pas dans le sens de la qualité de vie des habitants. Ali Ruckert espère que le collège échevinal démontrera autant de courage dans d’autres domaines.


2. PAG ET PAP ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’il fait de son mieux.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) s’associe à ce qu’a dit M. Hobscheit. Quand il se rend dans d’autres communes du sud, la question est souvent abordée, même si le problème est particulièrement important à Differdange. En tout cas, le collège échevinal a fait preuve de courage. Il faudra cependant réfléchir à une solution pour les bretelles d’accès, car il ne faudrait pas que tous les grands immeubles y soient désormais construits. La surpopulation entraîne, en effet, des conséquences négatives. Le collège échevinal devrait réfléchir à un arrêt complet de la construction de tours et d’immeubles jusqu’à ce que les infrastructures publiques permettent de reprendre la croissance. Dans le cadre du PAG, la situation démographique doit être analysée. Les estimations les plus noires parlent de 30 000 habitants, les plus optimistes de 26 ou 27 000. Or certains établissements scolaires ne peuvent peut-être plus être agrandis. Il faut réfléchir à ces questions. Les maisons privées sont censées accueillir une famille. Mais une partie de ces maisons a été construite dans les années 50, lorsque grands-parents, parents et enfants vivaient ensemble. Aujourd’hui, il ne reste plus que l’arrière-grand-mère. Or deux ménages pourraient éventuellement vivre dans une maison aussi grande sans qu’il ne soit nécessaire de transformer la maison en immeuble. Fränz Schwachtgen estime que les discussions ne sont pas prêtes de s’achever, mais la commune avance dans la bonne direction.

rum, zum Beispill, mécht awer Sënn. Verschidde Quartiere ginn duerch déi Prozedur zimlech isoléiert an do entsteet keng nei Dynamik méi. Wa mer e bësse kucken, wat d’Commission d’aménagement schreift an hiren Artikelen, ginn déi eis awer deelweis Recht. Ech wëll iech just e puer Artikelen nach eng Kéier zitéieren: «Dernier constat est que dans le dossier soumis pour avis à la commission, tout argumentaire des autorités communales fait défaut quant aux raisons ayant abouti à sélectionner une zone ou à exclure une autre pour la superposition de cette servitude urbanisation précitée. Ainsi, la commission s’interroge sur la délimitation de certaines zones ou parties de zones superposées à certains endroits et quant aux raisons qui ont mené à la fixation du périmètre de la zone superposée. Il paraît en effet essentiel que la délimitation des différentes zones superposées se fasse sur la base de critères clairs et précis, appliqués d’une manière cohérente pour l’ensemble du territoire communal». Ech mengen, dat gëtt ongeféier déi Wierder erëm, déi mir deemools scho gesot hunn. An ech hoffen, wann elo deen definitive PAG eng Kéier op den Dësch kënnt, datt mär do virdrun awer och emol eng Kéier consultéiert ginn a geruff ginn, fir eis Meenung kënnen ze soen.

Richtung do gaange sinn, fir ze verhënneren, dass d’Situatioun an deenen eenzelne Quartieren nach ëmmer méi komplizéiert gëtt. Mä et ass natierlech esou, datt se spéit kënnt. An et ass scho vill Negatives ebe geschitt; wat jo och an der Sitzung, wou mer doriwwer décidéiert hunn, däitlech gemaach ginn ass. Als Vertrieder vun der KPL hätt ech et och léiwer gesinn, wann dee Gläichheetsprinzip an engem méi grousse Mooss respektéiert gi wär wéi dat geschitt a sech och op d’Zoubréngerstroossen erstreckt hätt. Wat heescht eigentlech Zoubréngerstroossen? Dass do méi Verkéier an den Zentrum kënnt. Ech gesinn awer kee Grond, fir dass do eng Ausnahm gemaach gëtt, muss ech soen. Dat mat der Rue de la Montagne liicht mer absolut an, dass een dat esou maache muss. Ech sinn och frou, dass de Schäfferot keng Erweiderung vum Bauperimeter virgesäit. Ech mengen, et kéint een awer och iwwerleeën, ob net op där enger oder anerer Plaz esouguer eng Aschränkung vum Bauperimeter misst kommen, fir och do mat der Zersiedlung opzehalen a vläicht awer och fir wäertvoll Gebidder ze erhalen an net och nach do nei Eefamilljenhaiser oder nei Citéen drop ze setzen, wat net onbedéngt am Sënn vun der Liewensqualitéit wär vun eisen Awunner.

Fazit domat: Mam Konzept si mer selbstverständlech d’accord, awer d’Ausféierung geet net grad esou, wéi mär eis dat geduecht hätten. Si ass ze restriktiv an net genuch duerchduecht. Dofir wäert d’DP och dës Kéier beim Vote sech enthalen. Ech soen Iech Merci.

Ech géif mer awer och wënschen, dass een dee politesche Courage, dee mer an där Fro gesinn, och an Zukunft an anere Froe géif erëmfannen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mä mär maachen eist Bescht, Här Ruckert! Den Här Schwachtgen, w.e.gl.

Merci, Här Meisch. Här Ruckert.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

ALI RUCKERT (KPL):

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären. Ech wëll nach eng Kéier begréissen, dass mer op Initiativ vun der Majoritéit an déi

Als grénge Vertrieder schléissen ech mech de Wierder vum Spriecher vun der LSAP un. Speziell am Süden, wou ech relativ vill an ane-

10


2. PAG ET PAP re Gemenge ronderëm kommen, déi deeselwechte Problem hu wéi Déifferdeng, ginn ech iwwerall dorobber ugeschwat. Vläicht e bësse manner, well bei eis de Bauboom déi lescht zéng Joer méi wéi hefteg war. A mer ginn am Fong zu deem Courage begléckwënscht, deen de Gemengerot hei dann och mat där Mesure do gewisen huet. Dat gesot, sinn ech och der Meenung, datt an deem Dossier nach ze diskutéieren ass, wat d’Zoubréngerstroossen am neie PAG ubelaangt. Ech sinn der Meenung, dass mer eis do mussen iwwerleeën, wat fir Mesuren, dass mer kënnen huelen. Net dass sech elo alles op d’Périphérie erauszitt, dee Bauboom, dee vläicht an de klengen Niewestroosse scho spekulativ ugesat hat, dass deen elo un d’Zoubréngerstroosse verdrängt gëtt an dass mer do riseg Gebaier kréien, déi dee Moment awer eis Iwwerbevëlkerung ausmaachen, mat deene bekannten negativen Auswierkungen. Ech mengen, mer sollten eis do wierklech Gedanke maachen, bis hin zu engem Baustopp vun Héichhaiser oder vu méi Appartementshaiser während enger gewëssener Zäit. Bis mer och, wat de Verkéier ubelaangt, spréch Rocade oder Contournement, spréch Parkplazen, spréch Schoulen an anere sozialen Ariichtungen, op deem Punkt sinn, wou mer kënne soen okay, elo kënne mer nach wuessen. Ech denken och, dass et da wichteg ass, déi demografesch Situatioun eng Kéier ganz genee ze analyséieren. Dat ass am Klenge vläicht scho gemaach ginn, mä dass mer dat am Kader vum PAG wierklech maachen. Wéi wäit komme mer mat eiser Bevëlkerungszuel an deenen nächsten dräi véier Joer. Ech mengen, däischter Prognose schwätzen do scho bal vun 30.000 Leit. Vläicht si se méi optimistesch an et ginn der nëmme 26 oder 27.000. Mä dat stellt eis awer eng ganz Partie Froen. Mat Schoulgebaier, déi mer vläicht emol net méi kënnen erweideren. Dat soll einfach e Gedanke sinn, dass mer do och bereet sinn driwwer ze schwätzen. Ech weess, dass de Schäfferot dat ass.

Ech wëll en anere Punkt derbäi soe mat de Privathaiser, wou eng Famill dra gehéiert. Mer mussen awer och an eis Considératioune mat erabréngen, dass an de 50er Joren eng Partie Haiser gebaut gi sinn, well d’Familljen aneschters zesummegesat waren. Nämlech d’Eltere mat hiren zwee dräi Kanner hu mat de Grousselteren een Haus gebaut, wou effektiv vill Meter Carréen dra sinn, déi meeschtens elo nach vun der Urbomi bewunnt ginn a soss kengem méi. Vläicht muss een am PAG eng Partie Dispositiounen huelen, dass een déi méi grouss Haiser eventuell awer da kann och ausbauen, dass do zwee Stéit kéinten dra wunnen. Ouni elo, dass dat e risegen Appartementsblock géif ginn. An deeneselwechte Gabariten, wéi se de Moment do sinn. Bon, dat sinn Diskussiounspunkten. Ech mengen deen Dossier ass nach net ganz fäerdeg. Awer mat deene Mesuren, déi mer bis elo geholl hunn, gi mer an déi richteg Richtung. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen. Här Diderich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Léif Kolleegen a Kolleeginnen aus dem Gemengerot, vun déi Lénk aus hu mir jo och déi heiten Initiativ begréisst a mer begréisse se och elo nach. Mir gesinn et awer als temporär Léisung, eben och, bis deen definitive PAG ausgeschafft ass. An ech géif do awer trotzdem probéieren eng aner Vue nach eng Kéier eranzebréngen, wéi elo den Här Schwachtgen, an och den Här Ruckert. Wou et esou kléngt wéi wa Wuesstem onbedéngt schlecht misst sinn. Ech mengen, dass et ebe ganz dovun ofhänkt wéi ee Wuesstem a wéi e geplangt ass. Dat huet den Här Schwachtgen jo och gesot, et muss een d’Demografie eng Kéier

11

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle que déi Lénk a soutenu cette mesure dès le départ et n’a pas changé d’avis. Le conseiller communal considère cette mesure comme temporaire, jusqu’à ce que le PAG définitif ne soit élaboré. Le point de vue de l’orateur diffère cependant quelque peu de celui de M. Ruckert et de M. Schwachtgen. La croissance n’est pas nécessairement mauvaise. Mais elle doit être planifiée. Il faut analyser la démographie et voir où aménager quoi. Le PAG doit s’accorder avec la vision que l’on a du développement de la ville. Comme l’a souligné M. Meisch, une politique durable va de pair avec une utilisation pertinente du terrain disponible. Il ne sert à rien de répartir beaucoup de terrain pour quelques personnes seulement. Dans certains cas, il peut être utile de prévoir des immeubles dans les bretelles d’accès. Un architecte de 1535 °C a d’ailleurs publié un plaidoyer dans ce sens dans Revue. Le Luxembourg semble avoir peur des immeubles hauts. On ne construit que sur deux étages et tout ce qui ressemble à la tour Hadir est détruit.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que l’immeuble qui y sera construit sera probablement plus élevé encore.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime qu’il faut réfléchir à l’utilisation du sol. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.


2. PAG ET PAP GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) signale que la consommation d’énergie est plus élevée si les bâtiments sont isolés. Dans ce contexte, le conseiller communal avait attiré l’attention sur quelques problèmes liés à la modification ponctuelle. Il espère que ses remarques seront prises en considération dans le nouveau PAG. L’orateur voudrait d’ailleurs savoir quand les conseillers communaux seront intégrés aux discussions afin qu’ils puissent apporter leurs idées. Il y a bien eu des discussions il y a quelque temps. C’était intéressant. Mais la question des futures infrastructures par exemple n’a pas été abordée.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) donne raison à M. Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime qu’il faudrait le faire avant que le dossier du PAG ne soit présenté aux conseillers communaux.

PIERRETTE

SCHAMBOURG

(CSV)

s’associe à beaucoup de ce qui vient d’être dit, notamment par M. Hobscheit. En tout cas, le CSV est ravi de la décision prise le 1er octobre. Aujourd’hui, il est simplement question d’une modification ponctuelle. C’est pourquoi la conseillère communale ne souhaite pas entrer dans tous les détails. Les chrétiens sociaux approuveront la modification. La commission des bâtisses a remis un avis positif. Il n’y a pas eu de débats difficiles.

kucken a kucken, wou ee wat wëll hi kréien a wéi eng Infrastrukturen. An dat soll zum PAG dobäi gehéieren. Do geet et net duer ze soen, wat soll wou kënne gebaut ginn, mä dat muss en Accord si mat där Visioun, déi ee fir d’Stad entwéckelt huet. A wou een da weess, dohinner wëlle mer. Well ech mengen awer och, dass et mat enger nohalteger Politik iwwerteneestëmmt — an den Här Meisch hat et gesot—, wann ee kuckt, dass den Terrain awer genotzt gëtt, dass eng Densificatioun do ass, dass net jidderee vill Terrain ronderëm huet a vill Terrain verbraucht gëtt, fir just, dass e puer Leit do wunnen. Wann all déi Infrastrukturen herno och richteg geplangt sinn, kann et op Zoubréngerstroosse sënnvoll sinn, héich Haiser ze bauen. Do ass och een Architekt, deen am 1535°C ass, deen e Plädoyer dofir an der „Revue“ gemaach huet. Zu Lëtzebuerg gëtt et e bëssen esou eng Angscht virun Héichhaiser. Mir bauen am léifste just zwee Stäck an alles wat driwwer geet, rappe mer dann of wéi den Hadir-Tower. Nee, e klenge Geck.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mä do baue mer wahrscheinlech méi héich, Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Et muss een awer och eben iwwerleeën, «wéi benotze mer eise Buedem»?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Richteg.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Wéi ass eisen Energieverbrauch, deemno wéi eng Gebaier mer bauen? Deen ass méi héich, wann een d’Gebaier vuneneen isoléiert oder wann ee se verbreet. An do denken ech, dass ee sech dat muss gutt

12

iwwerleeën. Well do gesi mir bei där doter Modification ponctuelle e puer Schéinheetsfeeler nach dran. Déi hat ech och hei ugeschwat. Déi sinn elo net considéréiert ginn, mä ech hoffe ganz staark, dass déi da beim wierklech neie PAG considéréiert ginn. Ech denken un d’Zolwerstrooss a virun allem dee leschte Wutz vun der Woiwerstrooss, deen awer direkt niewent der Autobunn quasi ass. An do gesinn ech elo net vill Sënn ze verbueden, dass ee Résidencë soll hi bauen. Als Beispill: eng Bieleserstrooss. Op d’mannst dee leschten Deel. Do géif ech ganz schued fannen, wann elo lauter Résidencen op eemol géifen entstoen. Do muss een einfach beim neie PAG wierklech kucken, dass een dat méi genee kuckt. An do ass dann och d’Fro un de Schäfferot, wéini mir als Gemengerot an déi Diskussiounen iergendwéi kënnen integréiert ginn, informéiert ginn a kënne mat Iwwerleeungen do ustellen. Mir haten eng Presentatioun virun enger Zäitchen, wou e puer Iwwerleeungen dra waren, déi ganz interessant waren. Mä alles, wat elo och demografesch Entwécklung ass, wéi eng Infrastrukture wëlle mer wouhinner, wou kënne mer nach Schoulen erweideren, all déi Diskussiounen hu mer bis elo…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Richteg.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Hei nach net gefouert. An ech wär frou, wa mer dat kéinten awer matzäite maachen, ier dann iergendwéi den Dossier hei läit, fir de PAG ganz ze änneren. Ech soen Iech Merci.


2. PAG ET PAP BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ganz richteg. Madame Schambourg, w.e.gl.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Merci Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, et ass elo schonn erëm vill doriwwer geschwat ginn, an ech ka mech och menge Virriedner bei ganz ville Saachen uschléissen. Haaptsächlech dem Här Hobscheit, dee mer ganz besonnesch aus dem Häerz geschwat huet. Natierlech si mir als CSV och nach ëmmer déck begeeschtert dovunner, datt mer dat doten duerchkritt hunn den 1. Oktober vum leschte Joer. Ech mengen, et geet elo net drëm, fir dee Punkt nach eng Kéier ze stëmmen. Dat ass jo schonn duerch. Et geet hei ëm eng Modification ponctuelle. An dofir wëll ech mech och net erëm an allen Detailer dozou ausloossen. Ech wëll just soen, datt mir als CSV dëse Punkt vum Ordre du jour wäerte stëmmen. An och nach als Presidentin vun der Bautekommissioun, wëll ech soen, datt dee Punkt och ganz positiv aviséiert ginn ass. An datt et zu kenge gréisseren Diskussiounen an der Bautekommissioun komm ass. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Ier mer zum Vote kommen, wéilt ech awer nach zwou dräi Saache soen. Deen heite Schäfferot wëll nach wuessen, mä gescheit wuessen an nohalteg wuessen! Mir sinn der Meenung, wéi den Här Diderich, datt ee muss weider wuessen. Mä et muss een awer oppassen, wou a wéi. Ech wëll dann awer dem Vertrieder vun der DP nach eng Kéier eppes soen — ech hat et d’leschte Kéier vläicht net esou däitlech gesot, well ech awer ëmmer versiche fein ze sinn. Mir hunn dat net op déi

grouss Klack gehaangen, well mer wossten, datt alles, wat géif virum 1. Oktober erakommen, dozou hätt kéinte féieren, datt verschidde Promoteuren nach schnell Projeten eraginn hätten. Dofir hu mer et versicht esou laang ewéi méiglech hei am Haus dicht ze halen. Ech hunn och virun dräi véier Méint erkläert, et wier net déi «Façon d’agir», déi mir eis virstellen, mä hei war et awer noutgedrongen, datt mer dat esou hu misse maachen. Mir hunn awer dem ganze Gemengerot, der Bautekommissioun, der Ëmweltkommissioun, der Zirkulatiounskommissioun, an ech weess net wéi eng Kommissioun nach dobäi war, eng Woch virdrun, de 26. September, dat Ganzt virgestallt. Do hätt een eng Woch Zäit gehat als DP am Gemengerot vum 1. Oktober Saachen ze proposéieren, wat der aneschters gesinn hätt. Mä deemools huet äre Spriecher just datselwecht widderholl, wat en haut widderholl huet. Datt et vläicht net gutt argumentéiert ass. Mä ech hunn am Moment nach keng Argumenter vun der DP héieren. Den 8. Oktober hu mer déi ganz PAG-Ännerungen de Leit virgestallt. 200 Leit! Och do war nach d’Méiglechkeet gewiescht ze soen: «hei, mär fannen dat an dat net gutt, dat sinn d’Grënn firwat, mer et net gutt fannen». Et ass näischt komm! Haut si mer den 28. Januar. Dat heescht véier Méint duerno, hunn ech nach net héiere vun der DP wéi eng Stroosse si dann net géifen eranhuelen a wéi eng Stroosse se géifen eranhuelen. Dofir wär ech an Zukunft frou, wann esou Diskussioune sinn, déi véier Méint daueren a wou et ganz kloer ass, firwat mer iech net fir d’Éischt mat eragezunn hunn, datt der mer wann ech gelift sot, wat mer maache sollen. Sot et, dann hätte mer kéinten diskutéieren. Ech mengen, dat hutt der dës Kéier verpasst. Mä mir si jo nach am Ufanksstadium vum PAG, vun der ganzer Veraarbechtung vum PAG. Ech hoffen op alle Fall, datt dann déi konstruktiv Aarbecht ka gemaach ginn.

13

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle que pour le collège échevinal, Differdange doit se développer, mais de manière intelligente. Comme l’a souligné M. Diderich, il faut croître, à condition que l’on sache où et comment. Pour revenir aux propos du parti démocratique, le bourgmestre explique que le projet a été tenu secret aussi longtemps que possible, car des promoteurs auraient pu décider de déposer des projets au dernier moment. Ce n’est pas la meilleure façon d’agir, mais dans ce cas-ci, le collège échevinal n’avait pas le choix. Cependant, le projet a été présenté à plusieurs commissions consultatives le 26 septembre, soit une semaine avant le vote. Le DP avait donc le temps de se préparer et de faire des propositions le 1er octobre. Malheureusement, les démocrates n’ont pas profité de l’occasion. Ils se sont contentés de dire que les mesures proposées par le collège échevinal n’étaient pas bien argumentées. Mais en fait, ce sont eux qui n’ont pas d’arguments. Le 8 octobre, le collège échevinal a présenté les modifications du PAG à 200 personnes. À cette occasion non plus, le DP n’a pas fait de proposition. Quatre mois plus tard, toujours rien. La prochaine fois, les démocrates sont priés de dire clairement ce qu’ils veulent. Car alors, un débat peut avoir lieu. Cependant, les discussions autour du PAG en sont à leur début. Une collaboration constructive demeure possible. Au cours des derniers mois, le collège échevinal n’a pas travaillé beaucoup sur le PAG. Aujourd’hui, M. Muller présentera encore deux modifications. Le collège échevinal veut collaborer avec le conseil communal, mais celui-ci doit le vouloir aussi. (Vote)


2. PAG ET PAP ERNY MULLER (LSAP) passe à une modification du PAG «Entrée en ville». Il s’agit de transformer l’ancien site des hautsfourneaux en une entrée en ville moderne. Il faut créer un point de repère pour les générations futures. C’est la transposition de differdangechange sur le plan de l’urbanisme avec 2020 en ligne de mire. Concrètement, il est question dans un premier temps de l’actuel parc de stationnement du contournement. Celui-ci est subdivisé en deux petites zones: une zone ZBEP avec un COS de 1,0 et un CME de 3,0 et une ZMC avec un COS de 0,9 et un CME de 4,20. La «densité logement» est de 0. Il n’est donc pas possible de construire des logements à cet endroit. Les conseillers communaux disposent d’un nouveau document, qui remplace la page 25 de leur dossier. Il précise que des habitations ne peuvent pas être construites à cause de la proximité de l’industrie. Cela devait concerner le terrain du contournement et celui des hauts-fourneaux. Des discussions ont été menées avec ArcelorMittal, qui préfère cependant attendre en ce qui concerne le deuxième terrain. La raison pour laquelle la densité de logement est nulle est parce qu’un des sites jouxte l’usine. Pour le PAP sur le site du contournement — et plus tard sur le site vis-à-vis du contournement —, la part de la surface construite brute à réserver à l’habitation est nulle. Seuls des logements de service y sont autorisés, par exemple pour un gardien. En ce qui concerne le PAP sur le site de l’entrée en ville, la part minimale de la surface construite brute à réserver à l’habitation ne pourra pas être inférieure à 25 %. La densité de logement est fixée à 100. Erny Muller va exposer les idées du collège échevinal concernant le contournement tout en précisant qu’un PAP détaillé n’existe pas encore. 800 places de stationnement y sont prévues, dont 150 pour le lycée international. Mais il ne s’agit pas encore de valeurs absolues. 250 places sont destinées à une installation Park & Ride — les discussions sont en cours avec les CFL — et 150 pour les commerces non alimentaires qui occuperont jusqu’à 7 000 m2 au rez-de-chaussée et au premier étage. Ces magasins seront complémentaires à ceux existants. Les 250 à 300 places restantes constitueront un parking de proximité. En tout, le bâtiment aura quatre à cinq étages. Des discussions ont aussi été menées avec la police et le ministère afin d’aménager des locaux pour la police modernes. L’échevin tient aussi à remercier la nouvelle

Et muss ee soen, datt mir déi lescht zwee dräi Méint net vill um PAG geschafft hunn. Mir hate ganz vill mat de Plans sectoriels geschafft, wat natierlech och mam PAG ze dinn huet. Mir hate ganz vill nach mat deem heite PAG ze dinn.

gem fréieren Héichuewe-Site am administrativen Direktiounsgebai vun Hadir an ARBED zu enger moderner Stadentwécklung. Mir hu vir, hei en neie Landmark ze kreéieren, fir déi zukünfteg Generatiounen.

Den Här Muller huet nach zwou Modifikatioune vum PAG, déi mer haut wäerte virstellen. Mir wëllen natierlech mam ganze Gemengerot schaffen, mä dann huelt och wann ech gelift d’Geleeënheet op a schafft mat eis a sot eis net ëmmer, mir wéilten iech net mat dran integréieren.

Eise Motto: «Differdange change», um urbanistesche Plang, mat Zilsetzung 2020.

Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide avec 12 voix oui et 5 abstentions d’approuver la modification ponctuelle du PAG «zone superposée maisons unifamiliales».

Merci. Nach eng Modifikatioun. Här Muller.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Jo, also dës Kéier, mengen ech, geet et awer elo och ëm eng grouss Zukunftsvisioun. Ech muss awer elo mäi Mikro nach umaachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Da geet et besser.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): An zwar hu mer der elo dräi: déi Éischt, a mat där géif ech ufänken, dat ass d’Modification ponctuelle vum PAG betreffend d’Entrée de la Ville. Wann Der wëllt, fänken ech direkt domadder un. Ech si frou dem Gemengerot haut dës Modifikatioun vum PAG, am Kader vun der sougenannter «Entrée de la Ville», virzeleeën. Dës Ëmännerunge maachen de Wee fräi zur Ëmgestaltung vun en-

14

Wa mir elo méi konkret aginn op dat, wat ech iech haut virstellen, fänke mer u mat deem aktuelle Parking Contournement, dem fréieren Héichuewe-Site. Am Plang ass dat Entrée de ville Site I an der Partie graphique. Dësen Terrain vun zirka engem Hektar ass fir de Moment an zwou méi kleng Zonen agedeelt: an enger ZMC, dat heescht enger «Zone mixte à caractère central» an enger gréisserer Zon ZBEP «Zone bâtiments et équipements publics», mat engem COS vun 1,0 an engem CME vun 3,0 an eng Zone mixte C mat engem COS vun 0,9 an engem CME vu 4,20. Mat awer engem DL, dat ass jo déi nei Bezeechnung fir «Densité logement», gläich null. Et kënnen also keng Wunnengen op dëser Plaz opgeriicht ginn. Dir hutt vläicht déi Explikatiounen zu der Zone mixte gelies. Wann een do eng Fro huet, géif ech drop agoen, soss ginn ech doriwwer ewech. Ech muss iech awer soen, ech hunn iech haut en neit Blat ginn. An dat ass fir dat ze ersetzen, wat op der Säite 25 an dësem Dossier steet, wou drasteet, dass mer wéinst der Proximitéit zu der Industrie keng Logementer kënne maachen. «La surface construite brute à réserver à l’habitation sera nulle dû à la proximité de l’industrie». Dat war geduecht fir deen Terrain Contournement an och deen zweeten Terrain „Héichuewe-Site“, deen op dem Terrain vun ArcelorMittal läit. Mir hunn nämlech Gespréicher gefouert mat ArcelorMittal. A mir wollten zu dësem Zäitpunkt och op deem anere Site dës Modification ponctuelle vum PAG mat eranhuelen. Dat war hinnen awer elo e bëssen ze fréi. A mir hunn dat elo


2. PAG ET PAP zréckgesat, mä d’Gespréicher gi virugefouert. Dat ass definitiv net opgi ginn. Mä do ass gesot ginn: „Mir diskutéieren dat nach weider“. Doduerch kënnt dat och mat där Densitéit, wou do op Null gesat ginn ass, wéinst deenen zwee Siten. Deen een touchéiert praktesch d’Schmelz. Dofir hu mir et elo ëmgeännert a mer hu gesot «pour tout le plan d’aménagement particulier sur le site 1» — dat ass dee vum Contournement, fir de Moment; herno gëtt och dee vis-à-vis vum Contournement esou klasséiert — «la part de la surface construite brute à réserver à l’habitation sera nulle. Seuls des logements de service y sont autorisés». Dat ass eng allgemeng Regel an der Mix-C-Zon. Wann der iergendeppes hutt, wou dann e Gardien op der Plaz ass, kéint esou en Déngscht-Logement do sinn. «Pour tout le plan d’aménagement particulier sur le site II — an dat ass dann deen, deen ech herno erklären —, de l’entrée en Ville, la part minimale de la surface construite brute à réserver à l’habitation ne pourra être inférieure à 25%». Déi Tauxen, déi hei drastinn, déi Wäerter, sinn d’Maximal-Wäerter. Hei hu mer awer gesot, mir insistéieren, dass op dee Site mindestens 25% Logement kommen. Dat kann awer Maximum déi Zuel sinn, déi mer dran hunn. Do hu mer eng DL vun 100. Do kommen ech awer nach eng Kéier drop zréck. Wat soll elo op der Plaz geschéie vum Contournement? Ech wëll iech emol eis Iddie matdeelen, ouni dass der mech awer direkt ze vill festneelt. Mir si jo nach net esou wäit, dass mer elo en detailléierte PAP schonn ausgeschafft hätten. Dat ass eréischt déi nächst Etapp. Mä mir hu vir, e Minimum vun 800 Stellplazen ze kreéieren. An dovu wären der dann 150 fir de Lycée international. Dat sinn ëmmer elo Richtwäerter. Dat gëtt nach am Detail gekuckt, bis dass mer de Projet definitiv ficeléieren. Et sinn der bis 250 fir de Park and Ride. Och hei hu mer scho mam

CFL Kontakt opgeholl a mir wäerten eis déi nächst Zäit mat hinnen zesummesetzen. Dann nach 150 fir ee bis zwee Commercen, déi iwwer zwee Stäck mat engem Rez-deChaussée an en éischte Stack solle geplangt ginn. Mat zirka 4.000 bis 7.000 m2. Awer wuelverstanen e „Commerce non-food“, also keen Alimentaire. An eppes, wat mer och nach net hei an der Gemeng hunn, wat och keng Konkurrenz soll zu deem Commerce duerstellen, deen elo do ass, mä méi eng Beräicherung vun deem Commerce, deen elo do ass. Dann hätte mer nach 250 bis 300 Plazen als Parking de proximité fir eise Stadzentrum. Dofir komme mer op ongeféier 800. Dat kann nach variéieren. Wann een dat Ganzt dann esou kuckt, géif dat e Gebai ausmaachen zwësche véier a fënnef Stäck. Mat deem néidege Commerce, dee mer jo dann och nach géifen dra maachen. Dann hätte mer, wéi ech iech scho gesot hunn, Gespréicher mat der Direktioun vun der Police an och dem zoustännege Ministère. A mir gesinn op dësem Site och e modernt an neit Policegebai vir. Ech wëll och der neier Direktioun vun ArcelorMittal speziell Merci soen, well mir et an enger kierzester Zäit fäerdeg bruecht hunn, dass se eis elo den Terrain vis-à-vis vum aktuelle Contournement zur Verfügung stellen, fir dass mer hei e Parking provisoire vu 400 Stellplazen aménagéiere kënnen. Dat sinn der jo nach eppes méi ewéi 100. A mir hu wëlles, och vun deem Parking en direkte Foussgängerwee erofzeplangen op d’Villa Hadir. Dann de Site II Entrée en Ville. Dat ass dee vun deem fréieren Hadir-Tower, dat fréiert Direktiounsgebai. Et handelt sech ebenfalls ëm en Terrain vu ronn engem Hektar. Mir änneren de PAG mat enger ZMU «Zone mixte à caractère urbain» an eng Zone mixte C mat engem COS vun 0,9, e CES vun 1,00 an engem CUS vun 3,10. Awer dës Kéier mat engem DL, «Densité logement», vun 100.

15

direction d’ArcelorMittal, qui a très rapidement mis à disposition le terrain vis-à-vis du contournement pour l’aménagement d’un parc de stationnement provisoire de 400 places. Le collège échevinal souhaite d’ailleurs construire un chemin piétonnier de ce parc de stationnement à la Villa Hadir. Le site 2 est celui de la tour Hadir. Il fait un hectare. Il sera classé zone mixte C avec un COS de 0,9, un CES de 1,00 et un CUS de 3,10. La densité logement est fixée à 100. L’architecture du site est vouée à jouer un rôle important. Le collège échevinal imagine une vaste plate-forme sur trois étages comprenant des services, des espaces formations, conférences et loisirs, etc. Le bâtiment principal constituerait une tour de dix à douze étages avec des appartements de qualité. Après l’approbation de la modification du PAG, un concours d’architectes sera lancé. Une tour est également envisagée sur le plateau du Funiculaire. Il faudrait concevoir des synergies pour obtenir une sorte de «Twin Tower». Erny Muller passe à une modification ponctuelle du PAG autour de la rue de la Chiers et de la rue Dicks-Lentz. Le collège échevinal propose de passer à une zone d’habitation mixte avec un COS de 1,0 et un CMU de 2,2. La légère augmentation des valeurs par rapport à la situation actuelle permet de régulariser certaines constructions dans la rue de la Chiers. Cela permet aussi à d’autres personnes, dont des commerçants, d’agrandir un peu leur bâtiment. La même chose a été faite dans diverses cités. Mais ici, il s’agit de rues. L’échevin passe au point suivant, un projet d’avenir sur le site de l’ancienne église de Differdange. Ce site comprend l’ancien hôtel de ville, la rue Victor-Hugo en direction de l’ancienne école ménagère et la montée en direction de la rue de la Montagne. Ce terrain est classé ÖG «Öffentliches Gebäude». Le collège échevinal propose de le classer en GGB5 «Gebiete für Gemeindebedarf 5» en deux parties: une jouxtant l’avenue Charlotte et l’autre en direction du complexe «Nei Déifferdeng». Une zone GGB5 permet des constructions mixtes. Le projet inclut deux maisons qui n’appartiennent pas encore à la commune, mais où des discussions sont en cours avec les propriétaires. La commune pourra y aménager des bureaux administratifs, des commerces ou des centres commerciaux. Il y aura aussi un parc de stationnement couvert. Des structures de loisirs, des crèches et des jardins


2. PAG ET PAP d’enfants sont aussi envisageables.

GEORGES

LIESCH

(DÉI

GRÉNG)

mentionne la maison relais.

ERNY MULLER (LSAP) répond que la maison relais sera construite de l’autre côté. Sur ce site, on pourra construire des bureaux administratifs, car tout le monde sait que la mairie est devenue trop petite. Le site pourrait abriter une annexe avec des services communaux et leurs accueils. Un parc de stationnement de 120 à 150 places avec entrée et sortie dans la rue Saint-Nicolas ou l’avenue Charlotte est aussi prévu. Le reste du terrain sera une zone GG «Gemeinnütziges Gebiet». Le site comprendra un amphithéâtre et une belle place publique. La partie postérieure accueillera une maison relais et une école construites comme cela est recommandé par le ministère de l’Éducation. Un concours d’architectes est en cours de préparation. Il comprendra un pont reliant le site à la Miami University. Ce pont constituera le lien entre le campus de Differdange-centre et le futur campus en direction de l’ancienne école ménagère. Ce projet s’inscrit lui aussi dans le cadre de «Differdange change». Une des priorités est la création de places de stationnement à côté de la commune et de l’ancien hôtel de ville. Mais il y aura aussi un amphithéâtre, de nouveaux locaux pour la commune et un campus scolaire moderne.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) remercie M. Muller pour son rapport détaillé. Il cède la parole à M. Hobscheit.

Ech hat Ufanks vun engem zukunftsorientéierte Landmark geschwat, wou natierlech d’Architektur eng wesentlech Roll spillt. Mir kënnen eis eng breet Plattform iwwer dräi Stäck virstelle mat groussen Héichten an diverse Fonctionalitéiten. Am Beräich vu Servicer, Formatioun, Konferenzen, Loisirs an esou weider. An als Haaptgebai e modernen Tower, zéng bis zwielef Stäck héich, mat qualitativ héichwäertege Wunnengen. Nodeem mir d’Modifikatioun vum PAG genehmegt hunn, gi mir en an en Architekten-Invest-Concours. An ech hoffen, dass dat geschwënn ass. Wa mer Chance hunn, kréie mer esouguer en Twin-Tower. Well och op där anerer Säit, op dem Areal vum Funiculaire, ass en Tower geplangt. Déi zwee Gebaier missten eng gewëssen Orientatioun kréien, soudass dat ee gemeinsame Projet an der Aplangung kënnt ginn. Den nächste Punkt ass manner spektakulär, mä awer grad esou wichteg fir déi Leit, déi do wunnen. Dat ass d’Modification ponctuelle vum PAG Rue de la Chiers. Et handelt sech ëm den Deel, deen d’Rue de la Chiers a Richtung Rue Dicks-Lentz ëmschléngt. Mir proposéieren op dëser Plaz vun engem MHB3, also e Wohngebiet 3 mat engem COS vun 0,6 an engem CMU vun 1,8 op eng Zone MHB3’, also och eng Zone d’habitation mixte, mat engem COS vun 1,0 an engem CMU vun 2,2 ze goen. Dir gesitt, mer erhéijen d’Wäerter liicht. Firwat dës Moossnam? Dës Moossnam erlaabt eis, déi onkontrolléiert Un- an Ëmbauten an der Rue de la Chiers ze regulariséieren. An och deene Leit, déi esou een Ausbau bei der Gemeng ugefrot hunn an net genehmegt kréien — an hir Noperen hunn dat schonn alleguer — och e minimalen Ausbau vun hirem Gebai ze erlaben. Éischtens regulariséiere mer iwwer dee Wee dat, wat elo do steet. A mir gi verschiddene Leit, an do derbäi och de Commercen,

16

d’Méiglechkeet sech liicht ze erweideren. Si sinn dann esou och konform mam Bautereglement. Am Fong ass et datselwecht wéi dat, wat mer och scho gemaach hu mat verschiddene PAP-Ëmännerungen, déi mer a verschiddene Citéen haten. Mä hei ass et an enger Strooss. An hei ass kee PAP op där Strooss opgeluecht, esou dass mer dat hei iwwer dëse Wee maachen. Dat wollt ech iech als Explikatioun mat op de Wee ginn. An dann als Drëtt, eng Modification ponctuelle. Hei ass erëm e gréisseren Zukunftsprojet viséiert. An zwar ass dat an der Rue de la Montagne. Et handelt sech hei ëm de Site vun der fréierer Déifferdenger Kierch, nieft dem ale Stadhaus bis Richtung al Haushaltungsschoul inklusiv der Rue Victor Hugo an der ieweschter Montée Richtung Rue de la Montagne. An dann och den Terrain hannendrun, zwëschen der Rue de la Montagne an der Rue Saint Nicolas. Aktuell ass dësen Terrain als ÖG, „öffentliches Gebäude“ klasséiert. Mir proposéieren den Terrain an zwou Partien als GGB5 — dat heescht „Gebiete für Gemeindebedarf 5“ — ëmzeklasséieren. Eng Éischt, déi un d’Avenue Charlotte stéisst. An déi Zweet, déi déi aner Säit Richtung Complexe Nei Déifferdeng ugrenzt. E Geschäftsgebitt 5 erlaabt eis, eng ganz Mixitéit opzebauen. Dir hutt jo gesinn, dass mer nëmmen deen Deel, deen un Nei Déifferdeng ustéisst, an un d’Avenue Charlotte esou klasséiert hunn, awer inklusiv déi zwee Haiser, déi eis nach net gehéieren, well do awer e Gespréich stattfonnt huet mam Proprietaire. Do kann ee sech iwwerleeën, dass dee Projet bis iwwer déi Surface vun deenen zwee Haiser mat kéint goen. Wat huet dat fir Virdeeler fir eis? Eis erlaabt dat, dass mer op d’mannst an deem Beräich kënne gemëscht bauen. Dat heescht do kënnen esouwuel Büroe kommen, wéi Bureaux administratifs, Commerces ou Centres commerciaux. Wichteg — an dat wëlle mer do maachen — ass e Parking couvert.


2. PAG ET PAP An da kéinte mer nach zum Beispill Équipements de loisirs privés ou publics oder Crèchen a Jardins d’enfants maachen.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Maisons Relais.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Maisons Relais maache mer déi aner Säit. Dat maache mer als „Gemeindegebiet“. Hei si mer am Fong méi fräi aner Strukture mat eranzehuelen. Mir kënnen Administratioune maachen. An et ass sécher kee Geheimnis, dass mer do nach zousätzlech Büroen ënnerdaach wëlle brénge fir eis Gemengeservicer. Well mir platze jo hei bekanntlech aus allen Néit! An do hätte mer dann eng Méiglechkeet, fir zum Beispill um Rez-de-Chaussée an um éischte Stack vun deem Projet eng Mairie annexe anzeriichten, wou gewësse Servicer och Accueilen hätten a wou anerer och genügend Plaz hätten, fir kënne korrekt a gutt ze schaffen. Och wichteg: op deem Site ass en ënnerierdesche Parking vun 120 bis 150 Plaze mat An- an Ausgang entweder an d’Rue Saint Nicolas oder awer an d’Avenue Charlotte. Dat läit nach net genee fest. Op jidde Fall gëtt déi Ëmklasséierung eis d’Méiglechkeet fir divers Notzungen. De Rescht vum Terrain klasséiere mer als GG, dat heescht „Gemeinnütziges Gebiet“. Also mat méi ëffentlech Gebaier. Virdru war et „öffentliche Gebäude“, elo ass dat GG. Dat ass datselwecht. Do ass virgesinn, d’Fläch passend zum ale Stadhaus ze amenagéiere mat engem Amphitheater an enger flotter Plaz. Am hënneschte Beräich, wéi den Här Liesch scho gesot huet, ass eng Maison Relais mat Schoul, no deem neie Modell, wéi e vun der Éducatioun virgeschloe gëtt, virgesinn. Dat heescht als Unitéit vu Maison Relais mat Schoul. Mir sinn an der Virbereedung fir den Architekte-Concours, dee mer jo

elo lancéiere wëllen a wou mer selbstverständlech och déi Bréck virgesinn hunn, déi d’Miami Universitéit direkt verbanne soll. Et ass am Fong de Lien tëschent deem bestehende Schoulcampus am Déifferdenger Zentrum an dem neie Campus, deen op der Kiercheplaz Richtung al Haushaltungsschoul soll geschéien. Och dëse Projet wäert eis en neien urbanistesche Cachet bidde ganz nom Motto: «Differdange change». D’Prioritéit ass, wéi gesot, d’Schafung vun zousätzlechem Parkraum, direkt nieft der Gemeng an eisem Kulturhaus. Eng flott ëffentlech Plaz mat engem klengen Amphitheater an nach Raimlechkeete fir eis Gemeng am Wuessen an der direkter Noperschaft vun deem aktuelle Stadhaus. En neien a moderne Schoulcampus an esou weider. Ech kann nëmme soen: „Pake mer et zesummen un“. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Muller fir deen extrem detailléierte Bericht. Mä da weess och jiddwereen, ëm wat et geet. Här Hobscheit, Dir hutt d’Wuert.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, nom Här Muller sengem Ausfluch an den Ofkierzungsdschungel, wou mer ganz vill interessant Detailer kritt hunn zu deem, wat op eis duerkënnt, wëll ech just vläicht e puer ganz allgemeng Bemierkungen zu deene verschiddene Saache maachen. Vläicht ugefaange mat der Entrée de la Ville. Et ass e wichtege Projet, well et effektiv dat Éischt ass, wat d’Leit gesinn, wa se an eis Stad erafueren. Do muss ee sech ganz genau Gedanke maachen, wéi mer dat gestalte wëllen. Do si ganz interessant Iddien am Schäfferot. Ech hoffen, dass mer déi Iddien och esou ëmgesat wäerte kréien,

17

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) souhaite faire quelques remarques générales après l’excursion de M. Muller dans le monde des abréviations. Le projet de l’Entrée en ville est important, car il s’agit du site que les gens voient en premier quand ils arrivent à Differdange. Les idées sont intéressantes. Pierre Hobscheit espère que le conseil communal sera inclus dans les discussions à temps. La création de 800 places de stationnement est importante et constitue un pas dans la bonne direction. Ce problème revient souvent dans les discussions et ne pourra pas être résolu du jour au lendemain. Un nouveau commissariat est nécessaire compte tenu de l’état de celui actuel. Le conseiller communal ne sait pas à quoi il ressemble à l’intérieur, mais de l’extérieur, il ne dégage pas une impression de modernité. La modification dans la rue de la Chiers permet de légaliser certaines constructions et d’autoriser des travaux de transformation dans certains cas. L’orateur se réjouit de l’aménagement de bureaux pour la commune et de la création de places de stationnement sur le même site, dans le cœur de Differdange. MARCEL MEISCH (DP) signale qu’en ce qui concerne le projet de l’entrée en ville, ce qui intéresse avant tout les démocrates, c’est le parc de stationnement. Il se réjouit du fait que les commerces, qui ouvriront leurs portes sur ce site, seront complémentaires à ceux du centre. Il salue enfin l’aménagement du parc de stationnement provisoire, dont il espère qu’il deviendra définitif. En ce qui concerne le site de la tour Hadir, il est important de bien planifier le projet et de tenir compte des gens qui prennent le train. Le collège échevinal ne veut pas construire de gare. Il faut pourtant un abri couvert. Marcel Meisch passe à la cité de la Chiers.


2. PAG ET PAP ERNY MULLER (LSAP) lui signale qu’il s’agit de la rue de la Chiers.

MARCEL MEISCH (DP) s’excuse pour son erreur. Le DP se réjouit que la commune aille à l’encontre des habitants en régularisant certaines situations. C’est normal. Pour ce qui est de la rue de la Montagne, la réalisation d’un concours d’architectes est une bonne initiative. Le collège échevinal a raison de reprendre les idées de la majorité précédente, car elles étaient bonnes.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.

MARCEL MEISCH (DP) espère qu’il ne faudra pas trop de temps pour les mettre en œuvre.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) accepte avec plaisir les félicitations de M. Meisch au nom du collège échevinal.

ALI RUCKERT (KPL) espère que la publication de l’exposé de M. Muller sera accompagnée d’une traduction. (Hilarités) En effet, il n’a pas tout compris, notamment à propos de l’entrée en ville. Tout d’abord, Differdange ne commence pas juste devant le centre. Et ensuite, s’il s’agit vraiment de l’entrée en ville, que vient y faire un bâtiment de la police? (Hilarités) Quel message le collège échevinal veut-il communiquer aux gens?

ERNY MULLER (LSAP) rétorque que la commune souhaite faire attention à eux.

wéi de Schäfferot sech dat virstellt. An dass de Gemengerot an d’Diskussiounen an an d’Gespréicher matzäite wäert agebonne ginn. Ech begréissen et dann och, dass do op deem Site ganz vill Parkplaze sollen entstoen. Dat ass en Thema iwwer dat mer hei ëmmer an ëmmer erëm diskutéieren a wat sech och net vun haut op muer wäert léisen. Mä mat deem do Parking mat 800 Plazen, déi virgesi sinn, maache mer e Schrëtt an déi richteg Richtung. Et gouf och vun engem neie Policegebai geschwat op deem Site. Och dat ass eng Noutwendegkeet, wann ee sech den Zoustand vun eisem aktuelle Kommissariat zu Déifferdeng ukuckt. Ech sinn, zum Gléck, net esou oft bannen op Besuch, mä vu baussen ass et net onbedéngt dat, wat ee sech vun engem moderne Kommissariat vläicht erwaart. An och do wär et genee dee richtege Schrëtt, fir iwwer esou en neit Gebai op deem Site nozedenken. Wat ass soss nach ze soen? Den Här Muller huet et ugeschwat. An der Rue de la Chiers maache mer eng Modifikatioun, wéi mer der schonn e puermol an der Vergaangenheet gemaach hunn. An dat, fir am Fong Saachen ze legaliséieren, déi vläicht scho geschitt sinn. An de Leit an Zukunft Ëmbauaarbechten ze erméiglechen an engem klore Kader. Och dat ass natierlech ze begréissen. An dann dee Projet direkt nieft der Gemeng. Och do kann een am Fong nëmme frou sinn, wann nei Büroe fir eis Gemeng entstoe sollen. Et gouf gesot, eis Gemeng platzt aus allen Néit. Et ass wichteg, dass mer reagéieren. An eemol méi ass et natierlech och do ze begréissen, dass matten am Déifferdenger Zentrum neien zousätzleche Parkraum entstoe wäert. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Hobscheit. Här Meisch Marcel, w.e.gl.

18

MARCEL MEISCH (DP): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ganz kuerz wëll ech mech faassen zu deene PAGen. D’Entrée de la Ville: Wat eis do virun allem interesséiert huet, ass de Parking. Dat ass selbstverständlech. Éischtens emol, sinn ech frou, wann Der e Commerce drop maacht, deen nach net hei ass — also näischt wat an d’Alimentatioun erageet. Dat ass fir eis ganz wichteg. Wou ech awer och wéilt félicitéieren, ass, dass Der eens gi sidd, fir dee provisoresche Parking maachen ze kënnen. Aus engem Provisorium hofft een alt ëmmer, datt et eppes definitives gëtt. Mä et ass scho wichteg, datt Der déi Kontrakter ganz séier do hat. An datt do een Ofschloss komm ass. Wat ënnen d’Plaz ubelaangt, wou elo den Tower stoung, ass et och an eisen Ae ganz wichteg, datt der Iech Gedanke gemaach hutt, wéi een dat andeele kann. Ech wëll nach just eng Kéier drun erënneren, datt mer frou wären, wann Der och iergendeng Méiglechkeet géift fanne fir d’Leit, déi den Zuch huelen. Eng Gare wëllt der jo net méi bauen. Mä awer iergendwéi eng Zuflucht fir déi Leit, déi do stinn. Net wéi se elo do stinn. Dat ass haut net méi zäitgeméiss. A wann een eppes mécht, soll een awer kucken, déi mat ënnerdaach ze kréien. D’Cité de la Chiers. Et ass ganz kloer, datt mir frou sinn, wann jiddereen e bësse kann…

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Rue de la Chiers.

MARCEL MEISCH (DP): Jo.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass d’Rue de la Chiers.


2. PAG ET PAP MARCEL MEISCH (DP): D’Rue de la Chiers. Entschëllegt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass net schlëmm.

MARCEL MEISCH (DP): Et ass kloer, datt mer frou sinn, wa mer deene Leit entgéintkommen an datt déi och regulariséiert ginn. Dat ass eng ganz normal Geschicht. Wat hei niewendrun d’Rue de la Montagne ubelaangt, sinn ech frou, datt Der op de Wee vun engem Architekte-Concours gitt. Dat begréisse mer op jidde Fall. Mir si frou, datt Der Iddien, déi scho fréier do waren a vun deem fréiere Schäfferot praktesch…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Richteg.

MARCEL MEISCH (DP): Mat virun huelt. Dat waren och gutt Iddien déi Zäit.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): An haut nach!

MARCEL MEISCH (DP): Jo. An ech hoffen, datt dat net ze vill laang dauert, bis mer domat ukommen. Ech soen Iech Merci.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech hoffen dass, wann den Exposé vum Här Muller verëffentlecht gëtt, d’Leit och eng Iwwersetzung derbäi kréien.

ALI RUCKERT (KPL) comprend maintenant pourquoi la tour Arcelor a été démolie. Il n’est pas convaincu par les idées du collège échevinal. Il aurait lui aussi préféré une gare, ce qui ne serait pas un luxe pour la troisième ville du pays.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.

(Gelächter) Dass dat méi kloer gëtt. Well ech muss soen, mir sinn e puer Saachen och nach net kloer, besonnesch wat déi Projeten ugi bei der Entrée en Ville. Ech hunn ëmmer geduecht, Déifferdeng géif ganz aneschters ugoe wéi just virum Zentrum. A wann dat wierklech d’Entrée en ville soll sinn, froen ech mech, wat dermat geduecht gëtt, dass grad do e Polizeigebai soll gestallt ginn.

ALI RUCKERT (KPL) espérait aussi des structures plus proches de la population qu’un commissariat de police. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante que le numéro de téléphone de M. Muller sera publié dans le magazine pour que les gens puissent lui poser des questions. Le bourgmestre signale que la tour Hadir se trouve à 300 mètres de la gare. Par ailleurs, des discussions avec les CFL sont en cours depuis de nombreuses années. Le collège échevinal fait de son mieux.

PIERRETTE

(Gelächter) Wat wëllt Der de Leit domat soen?

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Dass gutt op se opgepasst gëtt!

ALI RUCKERT (KPL): Elo schéngt et mer och vill méi kloer, firwat datt der den Arcelor-Tower ofrappe wollt. Elo wëllt Der en duebelen Tower opriichten. Et ass wahrscheinlech just dorëms gaangen. An do hunn ech awer och meng Zweiwel, ob dat dohinner passt. Ech sinn net ganz frou iwwer dat, wat Der do plangt. Ech hätt mer och éischter virgestallt, dass zum Beispill eng Gare géif dohinner kommen. Wat jo awer näischt ze vill wär fir an der drëttgréisster Stad vum Land.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Richteg.

Mir huelen Är Félicitatioune ganz gären un, Här Meisch. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL): Dass een eng Gare dohinner géif kréien. An da vläicht och méi Ari-

19

SCHAMBOURG

(CSV)

rappelle qu’il n’est pas question de ces projets ambitieux aujourd’hui, mais uniquement de modifications du PAG. Le collège échevinal jouit de l’appui du CSV sur ce point. Il est important que les habitants et les commerçants de la rue Dicks-Lentz puissent faire des transformations. De plus en plus de magasins ouvrent leurs portes.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.

PIERRETTE

SCHAMBOURG

(CSV)

ajoute que ce point a été discuté par la commission des bâtisses et qu’il n’y a pas eu de réclamations.


2. PAG ET PAP ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise que la situation actuelle dans la rue Dicks-Lentz récompense ceux qui n’ont pas demandé d’autorisation.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) mentionne les garages de la rue du Cheminde-Fer dans le cadre de l’entrée au centreville. Les gens ont peur dès qu’il y fait noir, même si l’endroit n’est pas nécessairement dangereux. Toujours en ce qui concerne le centre, le concept de circulation est important. Tantôt le rond-point doit laisser la place à un carrefour avec feux tricolores, tantôt non. Il se pose aussi la question des vélos. Ces points doivent être considérés comme un tout. Pour ce qui est de la rue de la Chiers, le conseiller communal a toujours insisté pour que les problèmes soient réglés en concertation avec les habitants, ce qui est désormais chose faite. Mais les constructions sauvages existent dans tous les quartiers et elles sont illégales. Si un permis de construire est refusé par la commune, mais que le demandeur réalise quand même les travaux, personne n’interviendra. Même chose lorsque quelqu’un ne respecte pas ce qui avait été convenu. Or la commune doit se donner les moyens d’effectuer des contrôles. C’est la seule façon de forcer les gens à respecter les règles. Dans la rue de la Montagne; les plantations existantes doivent être incluses dans le projet dès le concours d’architectes. Car s’ils sont abattus, il sera trop tard pour réagir. Un concept de circulation est nécessaire, notamment dans la rue Victor-Hugo. Car si toutes les voitures provenant du nouveau parc de stationnement de la résidence Nei Déifferdeng intègrent le trafic en provenance de Hussigny sur la place Millchen, la catastrophe est programmée. Mais dans l’ensemble, les écologistes sont d’accord avec ce qui est prévu.

ichtungen, déi vläicht méi no bei der Bevëlkerung si wéi just e Polizei-Kommissariat!

oun duerchgeschwat ginn ass. An datt och weider keng Reklamatiounen do waren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Ruckert. Mir wäerten am Magazin dem Här Muller seng Handysnummer dobäischreiwen, wou d’Leit da kënnen uruffen, wa se nach Froen hunn.

Merci. Am Moment sinn an der Rue Dicks-Lentz déi belount ginn, déi net gefrot haten. An déi, déi gefrot hunn, hunn ech déi lescht Joren e Refus misse ginn. Dofir ass dat scho ganz richteg. Den Här Schwachtgen.

Den Hadir-Tower ass 300 Meter wäit ewech vun der Gare. Mir si wierklech amgaangen, mat der CFL ze kucken. Mir wäerte se d’nächst Kéier och hei am Raum hunn. Mir si scho sechs, siwen, aacht Joer amgaangen, fir do eng Gare kréien ze kënnen. Dir hutt vollkomme Recht. A mir kucken eist Bescht do ze maachen. Madame Schambourg, w.e.gl.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Merci Här Buergermeeschter. Dir Dammen an Dir Hären, ech ka mech elo nach net hei laang a breet iwwer ongeluechten Eeër ausloossen. Ech weess, datt et ganz ambitiéis Projete sinn, déi hei ustinn. Mä et geet jo eigentlech net elo dorëm. Alt erëm eng Kéier, et geet just ëm eng Modifikatioun vum PAG., An ech wëll och nach eng Kéier soen, datt d’CSV dëse Punkt wäert stëmmen. Op alle Fall sinn ech ganz frou fir d’Rue DicksLentz, datt do d’Leit hannenaus bäibaue kënnen. An haaptsächlech d’Geschäftsleit. Fir déi ass et ganz wichteg. An ech hunn och gesinn, datt an der leschter Zäit ëmmer méi Geschäfter dohinner kommen, wat eng ganz flott Saach ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Richteg.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Als Presidentin vun der Bautekommissioun, wëll ech soen, datt dëse Punkt och an der Bautekommissi-

20

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Voilà, ech géif ganz kuerz op déi dräi Ännerungen agoen. Wat d’Entrée au centre-ville ubelaangt, denken ech, dass mer eis och Gedanke misste maachen, wéi dee Secteur auszegesinn huet, wou elo déi Garagen an der Rue du Chemin de Fer sinn. An ob een déi net an e Gesamtprojet mat deem ganze Centre-ville kéint bréngen. Well dat ass jo wierklech dat, wou d’Leit sech owes net hin trauen, fir heem op de Contournement ze goe soubal et däischter ass. Quitte dass deen Eck vläicht emol net méi onsécher ass. Mä en ass méi beängschtegend. Ech fannen dat einfach eng wichteg Consideratioun. Eng zweet wichteg Consideratioun fir de Centre ass d’Verkéiersféierung. Eng Kéier kréie mer gesot, do soll de Rondpoint verschwannen. Et solle rout Luuchten dohinner kommen. Eng aner Kéier ass dat vläicht erëm e bëssen a Fro gestallt. Wéi brénge mer de Vëlo dohinner? Wéi brénge mer en erëm fort? Do gëtt et e puer ganz flott Méiglechkeeten. Mir si jo amgaangen, dee Vëlosprojet ze iwwerschaffen. An nëmme wann een déi verschidde Pläng iwwerenee leet, mécht dat herno dann och e Sënn. Zu der Rue de la Chiers, hunn ech mech déi lescht Joren agesat, dass déi Saachen am Kontakt mat der Bevëlkerung geregelt solle ginn. Wat dann elo och geschitt a wat ech och ganz häerzlech begréissen. Mer mussen awer och vläicht op d’Ursaachen zréckkommen. An


2. PAG ET PAP alle Quartiere vun Déifferdeng gëtt et nach ëmmer dat wëllt Ubauen. Am Ufank mat Unalit, mat Wellblech oder mat Plastik. Herno hëlt dat dann eng méi oder wéineger propper Form un. An et ass awer alles illegal. Datselwecht, wann ech eng Baugenehmegung ufroen op der Gemeng, kréien ech déi esouwäit eraus oder ech kréie se net. Wann ech se net kréien, maachen ech et awer vläicht. Ech kréie jo ni gesot: „Rapp et erëm of“. An däers sinn d’Leit sech relativ bewosst. Am zweete Fall ass et: Wann ech bauen, ginn ech herno net kontrolléiert, ob ech mech och un déi Oplage gehalen hunn. Ech hunn awer Beispiller, wou dat net de Fall ass. Ech mengen, da misste mer eis och d’Moyene ginn. Ech weess, dass eis Servicer soen: „Mir kënnen net all Ubau herno nomoosse goen“. Mä ech fannen, mer mussen eis vläicht am Personal d’Moyene ginn. Wann ee säin Ziedel ofgëtt vun der Baugenehmegung — dee soll ee jo zréckginn — misst effektiv am nächste Mount vläicht ee vun der Gemeng oder vu soss engem agrééierten Organismus laanscht goen a kucken, ob déi Veranda oder deen Ubau och konform ass zu deem, wat duerch eng Bautekommissioun gaangen ass. Nëmmen esou kréie mer d’Leit derzou, dass se sech an Zukunft u Saachen halen an dat wëllt Gewuess dorëmmer aus de Féiss loossen. Zu der Rue de la Montagne: Mir sollen do wierklech déi bestehend Infrastruktur an d’Beplanzung, déi och nach do ass, an e Projet mat abezéien. Ech schwätze vun zwou dräi ganz remarquabelen Zederen, déi do stinn. Ech hat schonn den Appel gemaach, dass een effektiv deen Architekte-Concours soll esou ausweisen, dass een déi Beem an e Projet mat abezéie soll. Net dass ee se herno erëm muss iergendwéi ofhaken a soen: «Pech fir déi schéi Beem». D’Stroosseféierung an d’Verkéiersféierung, musse mer mat aplangen. Wa mer an der Victor Hugo de Buer zoubaue wëllen, musse mer eng Stroosseféierung

kréien, déi dem Verkéier Rechnung dréit. Net dass déi sämtlech Honnerte vun Autoen, déi an der neier Résidence Déifferdeng an deem neie Park all Dag eran- an erausfueren, all mussen op der Place Millchen an dee grousse Verkéier, dee vun Héiseng kënnt, erafueren. Dat géif eng mëttelméisseg Katastroph ginn. Wéi gesot soll een alles iwwerenee leeën. Am grousse Ganze si mer als Gréng ganz d’accord domat. Dat soll an déi richteg Richtung goen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen. Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Merci, Här Buergermeeschter. Léif Kolleegen a Kolleeginnen. Prinzipiell si mer bei deenen zwee Projete Rue de la Chiers an do, wou d’Kierch war an der Rue de la Montagne, averstane mat deene Modifikatiounen. Dozou ass schonn alles gesot ginn. Wou mir eis als déi Lénk allerdéngs Froe stellen, ass bei deene Modifications ponctuelles vun der Entrée au centre-ville, wéi mer dat dann hei ëmbenennen a wat ech begréissen. Do stelle mir eis einfach d’Fro, firwat dat elo geännert gëtt? Et gëtt jo scho méi laang e Masterplang. Dat ass awer just e Masterplang. Dat ass nach näischt Konkretes. Elo gi mer do zwou verschidden Zonen ëmklasséieren. Mir hunn awer weder en neie PAG ausgeschafft, wou mer eng méi global Vue hätten, wou mer hiwéilten, nach eben e Masterplang. Et gëtt esouguer dovunner geschwat, dass d’Stroosseféierung nach net festgeschriwwen ass, wéi se do herno wäert sinn. Ech froe mech, ob et dann elo wierklech opportun ass, fir punktuell Modifikatiounen ze maachen, wann all déi Saachen nach net kloer sinn an am Fong

21

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) soutient les projets dans la rue de la Chiers et la rue de la Montagne. Il n’y a rien à ajouter. En revanche, déi Lénk se pose des questions quant aux modifications ponctuelles de l’entrée dans le centre-ville. Il existe déjà des plans directeurs, bien qu’il n’y ait rien de concret. Or voilà que le collège échevinal propose deux reclassements, alors que le nouveau PAG n’a pas encore été élaboré. On ne connaît même pas encore le tracé exact des routes. À quoi sert-il d’entreprendre ces modifications en l’absence d’un véritable concept? En tous les cas, le conseil communal est insuffisamment informé pour prendre des décisions aussi importantes. L’orateur regrette que la tour Hadir ait été démolie. Il comprend l’approche: il s’agit de créer un point de repère pour l’avenir. Mais cela ne signifie pas qu’il faille renier le passé. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que personne n’a prétendu cela.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime que la tour Hadir était un point de repère. Car il ne suffit pas de construire un bâtiment pour que la population l’accepte comme monument. De toute façon, les critiques de déi Lénk sont dues au manque de vue d’ensemble. Les plans directeurs sont-ils encore d’actualité? Le collège échevinal est-il sous pression pour réaliser ces modifications? Par ailleurs, lorsque le conseiller communal voit toutes les surfaces commerciales qui sont aménagées, il se demande ce qu’on en fera. Car actuellement, il y a déjà beaucoup de locaux vides. Or la commune continue à en construire.


2. PAG ET PAP L’idée d’aménager des bureaux est bonne, car avoir plus de gens à Differdange signifie aussi disposer de plus de clients pour les commerces. Mais d’une manière générale, Gary Diderich se demande quelle est la stratégie du collège échevinal et craint de se retrouver avec des locaux vides. Bien entendu, il faut saluer le fait que des magasins ouvrent dans la rue Dicks-Lentz. Mais de l’autre côté, des locaux sont vides dans le centre-ville. Le collège échevinal a-t-il réfléchi à cela? En attendant, déi Lénk s’abstiendra sur ce point. Est-ce que les trois points seront votés en bloc?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que le dernier point sera voté séparément. Tous les conseillers communaux espèrent que les commerces fonctionneront mieux dans le centre-ville à l’avenir. Au cours des prochaines semaines, un magasin pour enfants de 400 m2 va ouvrir. Des négociations sont en cours avec d’autres commerçants. Il est plus facile de les attirer si les locaux appartiennent à la commune. Le collège échevinal croit en l’avenir de Differdange. C’est pourquoi il veut maintenir des habitations et des logements sociaux de qualité dans le centre-ville et faire en sorte que les magasins fonctionnent. Bien entendu, ce n’est pas facile. Mais plusieurs personnes s’intéressent par exemple au local de l’ancienne bibliothèque. À long terme, la proximité jouera un rôle essentiel. Le collège échevinal entend notamment ouvrir des épiceries solidaires dans les quartiers. En tous les cas, le bourgmestre croit en Differdange. M. Muller expliquera tout à l’heure pourquoi les modifications du PAG sont importantes et pourquoi elles doivent être réalisées le plus rapidement possible.

kee wierklecht Konzept do ass. Oder op d’mannst ass et net am Gemengerot! Vläicht huet de Schäfferot e Konzept. Mä ech fille mech als Gemengerotsmember net genuch informéiert, fir esou wichteg Decisiounen elo ze huelen. Natierlech bedaueren ech, dass deen Hadir-Tower ewechgeholl ginn ass. An et mierkt een och an de Stellungnahme vum Här Muller wéi d’Approche do ass. Et geet drëm, en zukunftsorientéierte Landmark ze maachen, wéi wann d’Zukunft géif heeschen, d’Vergaangenheet einfach blann hanner sech ze loossen

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat huet kee gesot! An dat maache mer och net!

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Wat mer mam Hadir-Tower awer elo gemaach hunn. Och mam Hadir-Tower wär et méiglech gewiescht en zukunftsorientéierte Landmark ze hunn. Do war e Landmark. E Landmark mécht een och net einfach esou. E Landmark konstruéiert sech och. An dee setzt een de Leit net einfach dohinner an da mengt een, dat misst onbedéngt esou ugeholl gi vun enger Bevëlkerung. Mä dat ass just ee Volet. Et ass net wéinst deem, datt mir elo kritesch si mat der Entrée de ville. Fir eis feelt d’Vue de l’ensemble. Ass dee Masterplang nach aktuell? Ass en net aktuell? Wat ass dovunner nach aktuell? An da kann ee kucken, wéi sech esou eppes do erafügt. Ass do iergendeen Zäitdrock hannendrun, fir elo déi Modification ponctuelle ze maachen? Dat sinn eben och déi Froen, déi mer eis stellen. Schlussendlech, wann een déi dräi Projete kuckt an dann och d’Grand-rue kuckt, stellen ech mir awer och esou lues d’Fro, wann elo de Supermarché kënnt — wou och

22

d’Fro sech stellt, wéini deen eng Kéier kënnt —, wat mer mat all deene Surfacen herno maachen. Wa mer all déi Commercen op all deene Plaze realiséieren a mir kucken, wat alles am Moment eidel ass u Commercen. Mir bauen nach neier a mir hunn der lauter eidel stoen! Dat ass och eng Fro, déi ech wollt stellen. Natierlech wär et ze begréissen, wa mer all déi Commercen herno gefëllt géife kréien. An ech mengen och, dass déi Iddi fir vläicht Bürosgebaier dohinner ze bauen, net déi Schlechsten ass, fir emol Leit an der Stad ze hunn, déi da vläicht och an déi Commercë ginn. Et ass eng vun deene schlëssegsten Iwwerleeungen, déi ech bis elo héieren hunn, fir Commercen op Déifferdeng ze kréien. Also doru läit et net. Mä ech froe mech awer, ob wierklech eng Strategie dohannert ass an ob dat herno klappe wäert oder ob mer herno e Leerstand wäerten hunn. Wat ech och observéieren, ass, dass ronderëm, also an der Rue DicksLentz an d’Parallelstrooss, Saachen op ginn. Dat ass ze begréissen. Mä op enger anerer Plaz am Zentrum stinn awer nach vill Saachen eidel. Do denken ech, dass ee sech dat gutt iwwerleeë soll, wéi een dat soll ugoen. An d’Fro un de Schäfferot: Hutt dir iech dat iwwerluecht? A wat sinn do är Iwwerleeungen? A wéi gesot déi Fro: Ass dat elo wierklech de Moment, fir dat doten ze maachen? Entre-temps wäerte mir eis bei deem dote Punkt awer enthalen. Ginn déi dräi elo zesumme gestëmmt?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Nee. Ech hu verstanen. Mir wäerten zwee an een ofstëmmen. Dat ass kee Problem.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Okay. Merci.


2. PAG ET PAP BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Diderich. Jiddwereen heibannen huet d’Zil, datt dat, wat mer amgaange sinn hei am Zentrum a ronderëm ze maachen, an Zukunft besser wäert dréien. Soss géife mer jo alleguerten heibannen op der falscher Plaz sëtzen. Ech mierken awer, datt e positive Schwong do ass. An deenen nächste Woche geet hei awer erëm e grousse Kannerbuttek op vu 400 m2. Et ass déi éischte Kéier zënter Joren, datt esou eppes opgeet. Mir sinn och a Verhandlunge mat anere Leit. Et ass natierlech méi einfach mat Leit ze verhandelen, wann d’Lokaler der Gemeng gehéieren, wéi wann et privat ass. An dofir mengen ech, datt et d’Zil vun deem heite Schäfferot, un Déifferdeng ze gleewen. Mir wäerten alles drusetzen, fir weider qualitativ héich Wunnengen hei am Zentrum ze behalen. Och qualitativ héich Sozialwunnengen. A mir maachen alles, fir datt d’Geschäfter dréien. Et ass net einfach! Mir si jo net déi eenzeg, mä ech mengen, datt mer awer den Dréi esou lues fannen. Nodeems mer en Opruff gemaach hu fir déi al Bibliothéik, hu mer verschidde Leit, déi interesséiert sinn. A wierklech och mat héich qualitative Marchandisen. Op laang Dauer ass dat, wat et wäert bréngen, d’Proximitéit. A wéi och scho gesot ginn ass hei virun zwou Wochen, wou mer de Projet Seniore schonn eng Kéier kuerz virgestallt kritt haten, wäerte mer och versichen, Épiceries solidaires eventuell a verschidde Quartieren ze bréngen. Ech gleewen op alle Fall un Déifferdeng. An den Här Muller wäert iech elo erklären, firwat mer dat maachen a firwat mer eis déi Spillméiglechkeete ginn, firwat mer déi dräi PAGs-Ännerungen, esou schnell wéi méiglech wëlle weiderféieren. Just, nach eng Kéier gesot, den Hadir-Tower: ech weess, dee läit Iech

um Häerz. Mir och. Ech wëll awer net ëmmer gesot kréien, datt d’Stad Déifferdeng net géif un hir Vergaangenheet denken. Säit Joren elo, si mer amgaangen d’Entrée des mines ze schützen, frësch ze maachen. Mir hunn de 1535°C. Mir hunn awer och aner Saache scho gemaach. An et ass jo schéin, an ech verstinn dat och, datt een da seet: den Hadir-Tower. Et kann een ëmmer méi maachen, jo, mä et ass awer net esou, datt d’Stad Déifferdeng net un déi Aarbechter denkt duerch déi de Räichtum geschaf ginn ass. Här Muller.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Ech hat just eng Fro vergiess. Et huet elo näischt mam Hadir-Tower ze dinn.

L’orateur revient, quant à lui, à la tour Hadir. La Ville de Differdange tient compte de son passé. Depuis des années, elle rénove ainsi les entrées des mines. Il y a aussi 1535 °C. On peut effectivement se plaindre du fait que la tour Hadir soit démolie, mais il est faux de dire que Differdange ne pense plus aux ouvriers qui ont fait sa richesse.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) a oublié une question qui n’a rien à voir avec la tour Hadir. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’il pourrait la poser même si c’était le cas.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) VOUDRAIT savoir qui construira les deux projets. S’agira-t-il du même promoteur?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que non.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) estime que pour parler de tours jumelles, il faut une cohérence.

Och wann et domat ze dinn hätt.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

rétorque que contrairement à M. Diderich, le collège échevinal ne voulait pas donner les deux projets au même promoteur.

Nach eng Fro, déi ech vergiess hat, war, wien déi zwee Projete baut? Ass dat deen nämlechten?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Nee.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Dir schwätzt vun Twin Towers, da muss jo do eng Kohärenz hikommen. Wéi géift Der déi gewährleeschten?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dir kritt direkt eng Äntwert. Dir hätt jo engem Promoteur et direkt ginn. Dat wollte mer net. Dir waart jo hei der Meenung, mir sollen dem Promoteur et ginn, deen den Hadir-Tower…

23


2. PAG ET PAP GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) n’a jamais dit cela. Il voudrait savoir s’il y a des gens intéressés ou si la Ville devra investir dans le projet. Le conseiller communal était au courant d’un promoteur. Il y en a peut-être plusieurs. Dans ce cas, on aurait pu organiser une sélection.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP):

Ech hunn ni gesot: «gitt deem Promoteur et direkt». Ech hu gesot, et sinn Interessenten do.

Dir hat verschidde Froen. Dir fannt, dass dat e bësse schnell geet an iwwer de Knéi gebrach wär. Mir gesinn dat net esou. Well mir mussen hei e gewëssene Phasage observéieren. Hei geet et wierklech drëm, Terminer ganz kloer nozezéien, déi aner Leit eis virginn. Mir si frou, dass elo endlech — a wéi laang hu mer driwwer geschwat — mam Projet Auchan lassgoe soll. Wann de Projet Auchan lassgeet, mussen déi Stroosseféierunge ronderëm ugefaange ginn. Dir wësst, dass d’Bréck a Richtung Zentrum verbreet gëtt. Do sinn eng ganz Partie Saachen ze maachen. An dat soll dann awer och ofgeschloss ginn, wann déi Commercen opginn. Mir kënne jo net déi Commercen opgoe loossen an duerno hu mer e grousse Chantier virun der Dier. Da sinn déi schonn direkt zum Échec veruerteelt. Dat wëlle mer net. Mir wëllen, dass dat zimlech zesummeleeft.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

avait mal compris les propos de M. Diderich.

Et ass een interessante Promoteur.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) se plaint de ce que le bourgmestre lui a mis des mots dans la bouche.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) avait compris que pour M. Diderich, il fallait accorder le projet au promoteur qui a proposé 3 millions d’euros à la commune. Le collège échevinal n’est pas d’accord. M. Muller va fournir des explications.

ERNY MULLER (LSAP) rappelle que pour M. Diderich, les choses vont trop vite. Mais la commune a un calendrier à respecter. Le collège échevinal est content que le projet Auchan puisse enfin commencer. Mais il y a des travaux à réaliser dans ce contexte et notamment l’élargissement du pont en direction du centre-ville. Les commerces ne peuvent tout de même pas ouvrir leurs portes avec un chantier devant l’entrée. Ce serait les condamner à l’échec. En ce qui concerne le parking du contournement, il représente un besoin. Et le collège échevinal est tenu de respecter le calendrier de l’École internationale, dont le projet ne prévoit pas de places de stationnement. Les travaux doivent donc commencer rapidement.

Dat heescht, dir musst net als Gemeng oder als Stad dran investéieren. Leit sinn interesséiert. Et war een do. Wann een et ausgeschriwwen hätt, wären der vläicht méi do gewiescht. Dann hätt een, opgrond vu Kritären, kéinten eng Selektioun…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Dann hat ech Iech…

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Maachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Schlecht verstanen.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Dir hutt mer Saachen an de Mond geluecht, déi ech net gesot hunn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech hat geduecht, Dir hätt do gesot, mir sollen deem Promoteur et ginn, deen der Gemeng Déifferdeng 3 Millioune proposéiert hat. Mir ginn net dee Wee! Mir ginn dee Wee, deen den Här Muller Iech wäert erklären.

24

Dann hu mer en Termin. Ech schwätzen elo vum Parking Contournement. Mir sinn eis jo heibannen alleguer eens, dass dee Parking wierklech e ganz grousse Besoin duerstellt fir eis Gemeng. Awer och do hu mer en Termin virgi kritt vun der École internationale. Dir hutt och de Projet vum Lycée gesinn, wéi mer den Areal virgestallt haten. Do sinn net direkt Parkplaze virgesinn. Soss hätte mer erëm grouss Stellfläche gehat an eis gréng Fläche mat Autoe besat. Dat wollte mer net. Mir wollten express dee Parking och fir dee Projet mat reservéieren. Och do hu mer eng Date limite gesat kritt, esou dass mer elo dréngend mussen ufänke mat deem Parking Contournement, fir iwwerhaapt deen Termin kënnen anzehalen. Wat hu mer elo nach gemaach? Dir hutt gesot: „Wéi wëllt Der dee Projet ugoen?» Mir haten Iech eng Kéier gesot, mir géifen drun denken, fir mat private Partner opzetrieden, fir dass d’Gemeng net ze vill Investitiounscapacitéiten erapompele muss an esou Projeten. Well mer jo och eis Grenzen hunn — dat hu mer jo virdrun héieren —


2. PAG ET PAP mat den Emprunten an esou weider. Déi Modifikatioun, déi mer elo gemaach hunn, mécht eis all Weeër fräi. Mir kënnen e private Projet maachen. Mir kënnen och e kommunale Projet maache mat deem Parking. Mir hunn eis nach net decidéiert, wéi et definitiv ausgesäit. Mir schaffen u Projeten, u Modeller, wat do entstoe kéint. Do schaffe mer drun. D’Decisioun, wéi mer et exekutéieren, ass nach net gefall. Wann déi fält, gitt Der et och hei gewuer. Da beschwätze mer dat am Gemengerot. Elo zum Projet, wou den Tower war. Do kënnt eng breet Plattform mat ville Servicer. Mir generéieren Aarbechtsplazen. Mir schafen nei Aktivitéiten a Servicer fir eis Leit. Mir wuesse permanent. Op där enger Plaz, wou mer elo schonn dee grousse Lotissement vum Funiculaire hunn, wäerten herno nach zousätzlech Bürosraim kommen. Déi waren och an deem Projet op dem Site vun ArcelorMittal op där anerer Säit virgesinn an dat hu mer jo och nach net opginn. Dann zu där Zon, déi mer nach net ëmklasséiert hunn: Dat war déi Fro vum Här Ruckert zu deem Gebai, dat mer emol einfach Gare nennen. Et gëtt keng richteg Gare, mä et kommen awer Fonctiounen dran, déi de Voyageuren — also deene Leit, déi op den Zuch ginn, den Zuch huelen a mam Zuch fueren — ganz staark entgéintkommen. Wat och wichteg ass, ass hei d’Mixitéit. Wunnraum ass och do virgesinn. An de Wunnraum ergänzt sech, well dat eent geet an dat anert iwwer. Och do wëlle mer net en ze vill laange Chantier hunn. Dat wär och net gutt. Mer wëlle viruplange mam Rescht vum Plateau du Funiculaire. Deen zweeten Tower war schonn um Plang vun deem Promoteur, deen de Funiculaire baut. Wa mer der herno sollten zwee hunn, deen ee vläicht e bësse méi grouss wéi deen aneren, mä da sollte se awer och allen zwee architektonesch gutt zesummepassen.

Nach eng Kéier zur Form: mir ginn hei ganz kloer an en Investeur-Architekte-Concours. Mir wäerten och d’Konditioune ganz kloer am Virfeld festleeën. Da kritt dee beschte Projet den Terrain verkaf. An dat anert geschitt op privater Basis. Wat fir d’Gemeng wierklech prioritär ass, ass och de Choix vum Ëmsetzen, wéi mir eis et virstellen — awer komplett op privater Basis. Do wäerte mer eis net dramëschen oder do selwer optrieden als Promoteur oder Bauhär. Dat wéilte mer ofroden.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Da géife mer zum Vote kommen.

GEMENGESEKRETÄR HENRI KRECKÉ: Ech froen elo just, wéi mer et maachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir hunn dräi PAG-Ännerungen. Ech géif soen, mir géifen der zwou huelen. Dat wär d’Rue de la Montagne an d’Rue de la Chiers. Ech géif déi zwee zum Vote ginn. An duerno d’Entrée en ville.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la modification ponctuelle du PAG «rue de la Chiers» à Differdange.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la modification ponctuelle du PAG «rue de la Montagne» à Differdange. Dann de PAG Entrée en centre-ville.

25

Afin de limiter les investissements de la commune, le collège échevinal voulait collaborer avec des partenaires privés. Mais les modifications qu’il propose élargissent sa marge de manœuvre. Le collège réfléchit aux options qui se présentent à lui, mais n’a pas encore pris de décision définitive. La question sera débattue avec le conseil communal. Le site de l’ancienne tour abritera de nombreux services et donc des postes d’emploi. Celui du lotissement du funiculaire accueillera aussi des bureaux. Le projet sur le site d’ArcelorMittal n’a pas été abandonné non plus. M. Ruckert a posé une question concernant la gare. Il est vrai que le bâtiment n’accueillera pas de véritable gare, mais il recouvrira des fonctions pour les voyageurs. La mixité joue aussi un rôle important. C’est pourquoi des logements sont prévus. Mais le collège échevinal ne veut pas d’un chantier qui s’éternise. Les travaux doivent avancer parallèlement au plateau du Funiculaire. La deuxième tour figure déjà sur les plans du promoteur construisant le plateau du Funiculaire. Il se peut qu’à la fin, une des tours soit un peu plus grande que l’autre, mais elles doivent bien aller ensemble d’un point de vue architectural. La commune lancera un concours d’architectes. Les conditions seront définies dès le départ. Pour le collège échevinal, la façon dont le projet sera réalisé est importante, mais le tout sera réalisé sur une base privée. La commune ne veut pas être maître d’ouvrage.


2. PAG ET PAP ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au vote. Il propose de voter les modifications du PAG concernant la rue de la Montagne et la rue de la Chiers en bloc, et l’entrée en ville ensuite. (Vote) Le bourgmestre passe à un autre projet important: les Terrasses de la Ville. Pour le conseil communal, il s’agit aujourd’hui d’approuver un PAP qu’il attend depuis des années. Il y a deux mois, le chantier devait débuter en mars. Ce matin, le collège échevinal a appris que ce sera en mai.

ERNY MULLER (LSAP) sera bref. Il rappelle que le projet compte 75 logements répartis en 9 résidences. La convention d’exécution dont disposent les conseillers communaux décrit ce qui sera construit. 21 % du terrain sera cédé à la commune. La commune aménage généralement ses aires de jeux elle-même. Dans ce cas-ci, une place publique sera construite sur laquelle elle installera les jeux. La commune aménage aussi l’éclairage afin qu’il y ait une uniformité dans le choix des réverbères. Il faut compter 8 000 euros par poteau, soit 50 000 euros en tout. Le revêtement de la partie cédée à la commune est choisi d’un commun accord avec le collège échevinal. Il s’agira aussi de veiller à ce que ce chantier et celui de la Grand-rue puissent être réalisés parallèlement. Le bourgmestre a parlé d’un petit retard. Il est dû à une étude écologique réalisée sur un terrain par lequel passera la bretelle d’accès. Mais le collège échevinal ne pense pas que cela causera des problèmes. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espère qu’il ne faudra pas patienter plus longtemps. Il précise que les 75 appartements créés sur ce site seront mis en vente.

Le conseil communal décide avec 15 voix oui, une voix non et une abstention d’approuver la modification ponctuelle du PAG «Entrée en ville» à Differdange.

Merci. Nach e wichtege Projet ass d’«Terrasses de Differdange». Endlech, kann een hei awer soen, geet do e PAP haut hoffentlech duerch deen heite Gemengerot. Wéi der gesinn hutt, d’Strooss ass amgaange frësch gemaach ze ginn. Op deen heite PAP waarde mer awer scho sechs, siwen, aacht Joer! Mir hunn och schonn iwwer ee Joer versprach kritt, „et ass elo“, „et ass elo“. De Moien hu mer den Datum kritt. Virun zwee Méint war et nach Mäerz! De Moien hu mer dann den Datum kritt, datt et Mee wär, wou mer da géifen ufänken. Här Muller, et ass erëm un Iech.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Elo maachen ech et awer wierklech kuerz. Dat hei kennt jo bal jiddwereen. Et ginn am Ganze 75 Logementer. 9 Residenzen am Ganzen. Dir kennt jo déi Procédure, also d’Convention d’exécution. Wann der dat do duerchgelies hutt, hutt der gesinn, dass weider näischt dra beschriwwen ass, wéi dat, wat realiséiert gëtt. Wéi eng Partien un d’Gemeng ofgedroe ginn. Dat ass 21% vum Terrain. A wat och drasteet, ass, wéi mer dat regelen. Mir hu jo ëmmer déi Prozedur, dass mir d’Spillplaze selwer amenagéieren an hei gëtt eng fräi Plaz amenagéiert. D’Spiller setze mir drop. Do trëtt de Promoteur 25.000 Euro un eis of, fir dat ze miwweléiere mat Spiller. An dann och d’Luuchten. Fir dass mer eng Uniformitéit an der Gemeng kréien, stelle mir och ëmmer d’Luuchtepottoen an d’Luuchte bäi. Dat ass an der Regel 8.000 Euro pro Potto an dat wär hei fir 50.000 Euro. Et ass och esou, dass all Kéiers de Choix vum Material definitiv mat eis ofgestëmmt gëtt.

26

Also wat do agesat gëtt am Belag, an deene ganzen Infrastrukturen, déi mir hei herno iwwerhuelen. A wat nach wichteg ass, ass, dass mer och oppassen, dass dat e bësse synchron geet mat der Groussstrooss, dass déi Chantiere sech net géigesäiteg behënneren. Ech muss allerdéngs soen — den Här Buergermeeschter hat net gesot firwat —, datt mir e klenge Retard kritt hunn. Et ass elo fir de Mee — dat ass jo net méi esou laang — well déi Zoubréngerstrooss elo iwwer deen Terrain niewendru geet. Do ass momentan nach eng kleng Etude écologique amgaangen am ieweschte Beräich, well mer do e bëssen an deen ieweschte Beräich stoussen. Mir mengen awer net, dass mer do Problemer géife kréien. Dat ass awer d’Ursaach, firwat et net am Mäerz lassgeet, mä awer am Mee eréischt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Hoffe mer, datt déi kleng Problemer net mat sech bréngen, datt mer nach méi laang musse waarden. Ech wëll just soen, datt déi 75 Wunnengen, déi do geschaf ginn, an de Verkaf ginn. Ech wollt dat just preziséieren, well dat awer vläicht net onwichteg ass. Wann do keng Wuertmeldung ass… Dach. Dat ass absolut kee Problem, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech wëll iech just derzou e puer Explikatioune ginn, wéi mer dës Kéier exemplaresch mam Ëmweltdossier ëmgaange sinn als Ëmweltkommissioun, als Ëmweltschäffen an an Zesummenaarbecht mam Schäfferot. Dacks gëtt gesot, datt op engem Terrain, wou eppes Neies drop kënnt, och villes ewech flitt. An dësem Fall ass dat effektiv och esou. An do ass an der Zäit einfach emol esou lässeg driwwer ewechgaange ginn. Ech wëll einfach zu


2. PAG ET PAP deem Rapport soen, deen d’Ëmweltkommissioun hoffentlech jiddwerengem geschéckt huet — ech hat mer dat de Mueren nach bestätege gelooss…

schen den Haiser esou naturno ze gestalten, dass déi Populatioun, déi do ass – wou mer awer elo festgestallt hunn, dass keng Naschtplaze vun den Hieselmais do waren — hiere Liewensraum bäibehält.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Mir sinn direkt bei enger «Zone naturelle protégée», wat den Äppelbësch ass, dee bis ënnen op de Vëloswee geet. Mir waren net ganz frou, dass de Gabarit vun den Haiser zweestäckeg iwwer de Vëloswee eraus kënnt. Mä an de Plan de coupes huet een awer gesinn, dass de Vëloswee plus déi fënnef Meter e gewëssenen Tampon kënne maachen, wann dee Fënnef-Meter-Sträifen anstänneg ugeluecht gëtt.

Dat ass geschitt!

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): … dass et esou wor.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir géifen eis net trauen, dat net ze maachen, wat Der eis sot, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Op néng Säiten ass awer wierklech beschriwwe ginn, wat an der leschter Zäit do geschafft ginn ass. Ech géif der Ëmweltkommissioun Merci soen an och deene Leit, déi mat op den Terrain gaange sinn — och mat Vertrieder vum Fonds de Logement —, déi sech dat alles ugekuckt hunn a sech d’Méi gemaach hunn, déi Etüden — am Ganze fënnef un der Zuel, déi erschafft gi si vun auslännesche Bureauen — ze analyséieren an ze kucken, wat een am allerbeschten dorauser maache kéint, fir dass dee futur Lotissement net ze vill en negativen Impakt op d’Ekologie vun deem Eck hätt. Ech wëll dofir op e puer Saachen zréckkommen. Mir befannen eis an engem Gebitt, wat ebe verwëldert war. Verwëldert Gäert an esou virun. Wou ëmmer — wéi den Här Muller gesot huet — Flieder- an Hieselmais hire Biotop haten. Tatsächlech ass awer an dësem Plang mat Hëllef och vun der Naturverwaltung gekuckt ginn, dass do eng Bande tampon uewen op fënnef Meter Breet wéinstens gemaach gëtt. An och déi Encochen zwë-

Mir hoffen net, dass et wéi bei der Résidence Reggio ënnen e risegt déift Lach gëtt, wou den Hang befestegt ass a wou uewen nach just zéng Zentimeter bleiwen, fir iergend e Strauch hin ze stellen. Mir wären och frou, wann dee ganze Fënnef-Meter-Sträife vun uewe bis ënnen och agehale géif ginn, wann déi Phas an der Mëtt gemaach gëtt, fir d’Vernetzung vun de Biotopen esou wéi am Stadkär, am Park, op de Vëlosweeër an och op anere Plazen. Déi 30-Meter-Zon, déi een anhale sollt par rapport zu enger Zone verte, ass natierlech en dehnbare Begrëff an deem Sënn, dass wann dat am Bauperimeter ass, déi 30-Meter-Zon violéiert ka ginn. Et kënnt dann awer heiansdo zu enger Konfliktsituatioun, well an deem Bësch héich Beem stinn, déi och e Stuermschued kënne kréien, déi dann effektiv bis an de Beräich vun den Haiser kënne falen. Wat elo juristesch dee richtege Wee wär, wier d’Beem ofschneide goen an eng Rand-Zon am Bësch kreéieren. Et ass awer Privat-Bësch. Respektiv déi Mesuren huelen, déi d’Leit dann do protegéieren. Oder wann déi, déi do kafen, Asproch erhiewen, dass do héich Beem ronderëm sinn, ça c’est une chose à voir. Déi musse mer awer klären. A wann ech gelift dat och an déi Contrats de vente mat androen, dass och jiddweree weess, wat fir eng Responsabilitéit een huet oder net huet.

27

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) souligne que cette fois-ci le volet écologique a été traité de manière exemplaire. La construction d’infrastructures nouvelles sur un terrain entraîne souvent des dégâts environnementaux. Par le passé, la commune n’y faisait pas vraiment attention. L’orateur espère que tous les conseillers communaux ont reçu le rapport de la commission de l’environnement.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) confirme que c’est bien le cas. La commune n’aurait pas osé ne pas le faire.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) rappelle que ce rapport décrit en neuf pages tout ce qui a été fait. Le conseiller communal remercie la commission de l’environnement et tous ceux qui ont pris le temps d’analyser les cinq études sur l’impact écologique du futur lotissement réalisées par des bureaux étrangers. Il s’agit d’une zone sauvage, dans laquelle vivent des chauves-souris et des muscardins. Une bande tampon d’au moins cinq mètres de largeur sera aménagée en collaboration avec l’Administration de l’environnement. Tout sera fait pour que les populations d’animaux puissent conserver leur habitat. En outre, le lotissement jouxte une zone naturelle protégée, l’Äppelbësch. Le gabarit des maisons ne satisfait pas entièrement les Verts, mais il est évident que la piste cyclable et la bande de cinq mètres — si elle est aménagée comme il faut — fourniront une protection certaine. Le conseiller communal espère que contrairement à ce qui s’est passé lors de la construction de la Résidence Reggio, on ne se contentera pas d’une haie de 10 cm devant une pente. Il faudrait aussi que la largeur de cinq mètres de la bande tampon soit maintenue sur toute sa longueur.


2. PAG ET PAP Normalement, une zone verte doit être éloignée d’un lotissement d’au moins 30 m. Mais ces 30 m peuvent être violés s’ils se trouvent dans le périmètre de construction. Or dans cette forêt vivent de grands arbres, qui pourraient s’abattre sur les maisons en cas de tempête. D’un point de vue juridique, il suffirait de couper les arbres pour créer une marge de sécurité. Mais il s’agit d’un bois privé. En tout cas, il faudra clarifier la situation et mentionner le problème dans les contrats de vente. Fränz Schwachtgen demande que les services techniques de la commune collaborent avec le service écologique sur ce projet. En ce qui concerne l’eau, une source aboutit dans la cour de l’ancienne maison Welliong. Le site en général compte beaucoup de sources. Il faudra donc réaliser des analyses au préalable pour éviter de mauvaises surprises et protéger les maisons dans la rue des Jardins et derrière celle-ci. On devra aussi analyser l’impact de l’écoulement de l’eau sur le lavoir dans la rue Victor-Hugo. Comme l’a précisé M. Muller, une étude d’impact est en cours dans le cadre de la construction de la bretelle d’accès. Mais elle ne devrait pas se révéler problématique. Le dossier contient d’autres remarques. Fränz Schwachtgen invite tout le monde à les lire de manière sérieuse. Il faut tenir compte de la manière dont les gens vont vivre sur ce site et de la manière dont on gère le lien entre la ville et les zones vertes et boisées.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que la salle est silencieuse. Le conseil communal prend ces questions au sérieux.

MARCEL MEISCH (DP) salue le début des travaux. Il se demande cependant si les travaux dans la Grand-rue ne gêneront pas le chantier. Il ne faudrait pas démolir une nouvelle fois la chaussée lors de la construction des résidences. Le DP se réjouit que les logements soient mis en vente.

Eng aner Saach: ech hat iwwer d’Gabarite geschwat. Ech ginn elo net an d’Detailer, mä ech wär frou, wann de Schäfferot och deene Services techniques dee Rapport géif weiderginn, mat deene mer effektiv an Zesummenaarbecht mam Service écologique an Zukunft dee Projet kéinte gestalten. En anere wichtege Facteur sinn d’Eaux de ruissellement a Sourcen, déi an deem Beräich erëmzefanne sinn. Mir wëssen, dass an der Ancienne Maison Welliong eng ganz zolidd Quell hannen am Haff erauskënnt. Dass an deem ganze Beräich Quellen erauskommen op deem Niveau, wou mer elo baue ginn. Mer sinn do op där Lehm-Couche, op der Keuper Lehm-Couche, déi eng grouss Waasserféierung huet. Dat hu mer ënne bei der Résidence Reggio scho schmäerzlech mussen erliewen. An do mussen, wann eng Bauphas kënnt, déi néideg hydraulesch Ënnersichungen a Buerunge gemaach ginn, dass mer do keng Iwwerraschunge kréie mat deem Hang. Och fir d’Gaardestrooss ze schützen oder aner Haiser, déi hanner der Gaardestrooss e bësse méi héich leien. Dat schéngt mer ganz wichteg. Datselwecht gëlt och fir déi Waasserféierung ze analyséieren am Impakt op de Wäschbuer an der Victor-Hugo-Strooss, dee jo nach en Denkmal ass vun Déifferdeng, deen e ganz zolitten Debit huet. Dass mer déi Waasserféierung, déi dohinner geet, op der richteger Plaz opfänken, ënner der Strooss erduerchféieren an och an eise Wäschbuer viruleeden. An herno an e proppere Waasserkanal eventuell féieren. D’Remarque ass scho gemaach ginn, dass déi nei Zoufahrtsstrooss an Etüd ass am Moment. Et leeft eng ekologesch Impaktstudie, déi — wéi ech awer denken an den Här Muller sot et och — net esou problematesch wäert sinn, wéi déi, déi mer elo haten. Et sinn an dësem Dossier nach e ganze Pak klenger Remarquen, déi ech iech elo erspueren. Mä ech wär

28

frou, wa jiddweree mat deem néidege Seriö dat och géif considéréieren. Well ech mengen, et gehéiert zu eisem Patrimoine, och wéi mer eis Leit an Zukunft dohinner wunne schécken. An och wéi mer d’Verbindung Zone verte – Zone boisée mat der Stad maachen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et gesäit een, datt jiddwereen et seriö hëlt, well et war scho laang net méi esou roueg, Här Schwachtgen! Här Meisch.

MARCEL MEISCH (DP): Mir begréissen natierlech als DP, datt déi Aarbechten endlech elo kënnen ufänken. Ech hätt just zwou Froen: éischtens emol stéieren déi Aarbechten, déi an der Groussstrooss elo virulafen, herno net dee Bau? Et si jo nach aner Projeten an der Groussstrooss de Moment akut. Ass och dru geduecht ginn, datt gekuckt gëtt, datt dat net herno stéiert? Net datt erëm eng Kéier muss opgerappt ginn, wann déi Résidencen do gebaut ginn. An da wëll ech soen, virun allem si mer frou, datt déi 75 Logementer an d’Vente ginn. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Déi zwou Saache gi gekuckt. Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Mir kënnen et och just begréissen, dass dee Projet endlech gemaach gëtt. Déi grouss Fro, déi ech mer awer stellen, ass, firwat et Vente muss sinn. Firwat et keng sozial Mietwunnenge sinn. Ech fannen dat ëmmer bedauerlech, dass de Fonds de Logement e relativ grous-


2. PAG ET PAP / 3. ACTES ET CONVENTIONS sen Deel awer vu senge Projete verkeeft amplaz, dass se zum Deel verlount ginn. Ech mengen, dass mer virun allem an der Locatioun awer e grousse Besoin hunn. An ech bestätege jiddefalls och dem Här Schwachtgen seng Aussoen, dass d’Ëmweltkommissioun sech do ganz deem Dossier ugeholl huet. Ech begréissen och, dass dat méiglech war. Eise Vertrieder kann dat op jidde Fall just confirméieren. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci Här Diderich. Ech ka mech net un ee Projet hei erënneren, dee mir mam Fong gemaach hunn, dee verkaf ginn ass! Ausser ech hätt elo eppes verpasst. Dat hei ass deen éischte Projet, deen de Fong zum Verkaf gëtt. Et muss ee soen, datt ronderëm ganz vill Mietwunnenge sinn. Mir hunn eis awer mam Fong laang ënnerhalen — net nëmmen dëse Schäfferot, mä och deen anere virdrun —, datt et flott wär, do eng Mixitéit vu Mietwunnengen a verkaafte Wunnengen ze hunn. De Fong huet och gesot, datt dat ganz vill bei hinne gefrot gëtt. Dofir mengen ech net, datt mer am Moment an der Gemeng vill mam Fong solle gebaut hunn, wat verkaf ginn ass. Dat stëmmt net.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Dat heescht si maachen dat.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo. Deelweis, mengen ech, datt et awer gutt ass fir dee Quartier, datt mer dat elo maachen. Esou gesinn ech et op alle Fall. An de Schäfferot och. Mir géifen dann zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention relative au PAP «Terrasses de Differdange» dans la Grandrue à Differdange du Fonds du logement.

Merci. Da géife mer zum drëtte Punkt vum Ordre du jour kommen. Dat wären eis Konventioune mat der Maison Relais. Här Liesch, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Merci. Dat hei sinn am Fong zwou Konventiounen: eng Kéier déi nei Konventioun tëschent de Gemengen an dem Stat, wat d’Maisons Relaisen ugeet. An eng Kéier datselwecht oder Ähnleches fir eis Crèchen. Bei de Maisons Relaisen ass et esou, dass do sech esou munches ännert fir eis an awer och fir d’Leit dobaussen. Ech huelen elo vläicht just ee Punkt eraus, deen d’Leit wahrscheinlech am meeschten interesséiert. Dat ass, dass an der Konventioun méi Plagë virgesi ginn, wéi ee säi Kand kann aschreiwen. Bis elo hate mer jo just déi Plagen entweder moies, an der Mëttegstonn, respektiv no der Schoul, oder wa mëttes fräi war, dee ganzen Nomëtteg bis owes. Elo kréien d’Leit d’Méiglechkeet, Plagë vun 30-60 Minutten oder och 15 Minutten ze benotzen. Respektiv, mir kënne mat deene Plagë schaffen, fir de Leit aner Méiglechkeeten unzebidden. Mir hunn och eng Propos vun engem Horaire ausgeschafft, dee mer elo op de Ministère geschéckt hu pour avis, ob dat esou ass, wéi si sech dat virstellen. Mir hu schonn eng Äntwert kritt, dass dat fir si esou schéngt okay ze sinn. Op deem Horaire wäerte mer dann nach elo e bësse weiderschaffen. An dann, wann dee fäerdeg ass, kommen ech natierlech och mat deem Horaire eng Kéier hei an de Gemengerot, fir iech deen ze weisen.

29

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rassure M. Meisch sur ces deux points.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) salue à son tour le projet. Il se demande cependant pourquoi les logements seront mis en vente et non en location. Il regrette que le Fonds du logement vende une large partie de ses projets. Le conseiller communal confirme que la commission de l’environnement a pris ce dossier à cœur. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ne se souvient pas d’un seul projet réalisé avec le Fonds du logement qui aurait été vendu. Celui-ci est le premier. Ce collège échevinal — tout comme le précédent — s’est entretenu avec le Fonds du logement pour qu’une mixité entre logements à vendre et logements à louer soit garantie. Les propos de M. Diderich sont donc sans fondement.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande si le Fonds du logement loue des habitations.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui. Le bourgmestre pense toutefois que la décision de vendre les logements dans ce quartier est la bonne. (Vote) Le bourgmestre passe à la convention avec les maisons relais.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique qu’il s’agit de deux conventions avec l’État concernant les maisons relais et les crèches. En ce qui concerne les maisons relais, il y a des pas mal de changements, dont un qui devrait particulièrement intéresser les gens. Dorénavant, la convention prévoit davantage de plages dans lesquelles inscrire les enfants. Jusqu’à présent, les enfants pouvaient fréquenter les maisons relais le matin, à midi et tout l’après-midi après l’école. Maintenant, les parents peuvent recourir aux maisons relais pendant 15, 30 ou 60 minutes. Une proposition d’horaires a été envoyée au ministère pour avis. Le ministère est satisfait. L’horaire sera amélioré avant d’être présenté au conseil communal. Cette flexibilité permettra aux parents d’inscrire les enfants dans une maison relais à des heures précises. Cela entraîne d’énormes difficultés dans la gestion du personnel. Et cela d’autant plus qu’une partie du personnel a été recrutée sur base de l’ancienne convention et que de nom-


3. ACTES ET CONVENTIONS breux employés ont des semaines de 30 ou 40 heures. Pour le moment, Georges Liesch n’a pas de réponse concrète à ces questions. La participation de l’État n’a pas été calculée non plus. En effet, le gouvernement mettra un programme informatique à la disposition des communes dans ce contexte. Mais ce programme n’est pas encore disponible. En raison de l’augmentation de la flexibilité, il est probable qu’il y aura moins d’enfants dans les maisons relais à certaines heures et donc trop de personnel. Une solution consisterait à allonger les horaires d’ouverture. Il resterait alors à définir dans quelle mesure. En ce qui concerne la crèche Kornascht, les changements concernent aussi les horaires. Cette crèche est encore subventionnée à 100 %. Les nouvelles crèches seront subventionnées à 75 %. La commune a cependant obtenu du ministère que la crèche Topolino soit aussi subventionnée à 100 %. En tout cas, mis à part les horaires, rien ne change pour la commune dans cette convention. (Vote)

Wat gutt ass fir d’Leit, muss net onbedéngt gutt si fir eis. Mä et ass esou, dass duerch déi Flexibilitéit vun de Plagen natierlech d’Leit méi fräi sinn, fir hir Kanner zu gewëssenen Zäiten an d’Maison Relais anzeschreiwen oder och net. Dat bedeit awer fir eis Personalgestioun e risegen Opwand. Well mer jo déi Leit, déi mer schonn agestallt hunn, op där aler Konventioun agestallt hunn. Wéi der jo wësst, si ganz vill Leit aus de Maisons Relaisen, déi eng 40 Stonnen- oder 30 Stonne-Woch hunn. Mir mussen elo mat eisem Personal kucken, wéi mer déi flexibiliséiert Horairë mat eise Kaderen ofgedeckt kréien. Dat kënne mer iech haut nach net soen. Dir gesitt, datt an der Konventioun eng Tabelle dran ass, wou d’Estimation de la participation de l’État dran ass. Do steet iwwerall null. De Stat schreift jo an der Konventioun, dass se e Programme informatique zur Verfügung stellen, wou mer alles mussen androen. Deen ass awer nach net verfügbar. Deen ass eréischt den 2. Februar verfügbar. Da kënne mer eis Saachen androen. An eréischt da kréie mer d’Chifferen eraus, wat eis déi nei Participatioun wäert kaschten a wéi mer mat de Stonnen haaptsächlech wäerten eens ginn. Mir kënnen awer elo scho soen, dass mer wahrscheinlech ze vill Stonne wäerten hunn, personalméisseg, fir déi Kanner, déi mer am Moment kënnen ophuelen. Well duerch d’Flexibiliséierung gi mer awer dovun aus, dass zu verschidden Auerzäite manner Kanner do si wéi virdrun. Mir mussen nach kucken, wéi mer dat opfänken. Eng Léisung wär eventuell d’Auerzäite vun de Maisons Relais no vir oder no hannen ze verlängeren, also de Leit nach méi eng grouss Offer ze bidden. Do musse mer da kucken, wat fir eng Méiglechkeete sech bidden a wéivill Stonnen et virun allem sinn. Dann, déi aner Konventioun mat der Crèche. Dat ass de Kornascht. Do gëtt et fir eis elo keng gréisser Changementer. Ausser och do erëm eng Kéier d’Horairen. Mir fa-

30

len do nach ënner déi Reglementatioun, dass mer zu honnert Prozent subventionéiert sinn. An dat wäert och net änneren. Fir weider nei Crèchen, géife mer jo net méi dorënner falen. Da wären et just 75%. Mir haten awer mam Ministère nach ausgehandelt, dass mer déi Crèche Topolino, an där mer jo scho schaffen, och nach zum ale Regime géife kréien. Och déi fält dann nach ënner dës Konventioun zu honnert Prozent. De Stat iwwerhëlt do honnert Prozent vun de Funktiounskäschten. Eis béid Crèchen — déi, déi mer elo hunn an déi, déi mer wäerte kréien — falen also ënnert déi. An do wäert sech dann, ausser de Plagen, eigentlech fir eis net vill änneren. Dofir ass och do déi Plage mat der Estimatioun schonn ausgefëllt, well net vill variéiert par rapport zu deem, wat mer bis elo hunn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Liesch. Wann do keng Froe wären, géife mer dann zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention 2015 sur les maisons relais pour enfants.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention 2015 sur les crèches et les foyers de jour pour enfants.

Da géife mer zum Contrat de bail vum 1535 °C kommen. Wéi der gesinn hutt, wäerten d’Leit vum 1. Januar un d’Kanaltax, d’Waassertax an d’Telekommunikatioun eenzel bezuelen. An et wäert eenzel herno ofgerechent ginn Enn des Joers. Mir bleiwe bei deene sechs Euro de m2. An dann alles, wat se verbrauchen, gëtt op den Taux réel gerechent.


3. ACTES ET CONVENTIONS / 4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX Et ass och esou, datt mer am Comité de pilotage driwwer geschwat hunn, fir d’Loyeren ze adaptéieren. Den Här Diderich hat dat jo och scho gefrot. Mir wäerten am Laf vum Joer kucken, wéi mer eis Loyeren adaptéiere kënnen, no uewen oder no ënnen. Am Laf vum Joer misst ee sech dann eng Kéier zesummen treffen. Mir hunn dat net vergiess. Ech wollt dat just erwähnen. Kënne mer déi Kontrakter zesumme guttheeschen?

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le contrat de bail avec la brasserie 1535 SARL portant sur une surface d’exploitation dans le bâtiment A du site 1535 °C.

hir Gratuitéit. Och déi nei Lokaler behalen hir Gratuitéit, esou wéi bis elo. Et war op Nofro vun e puer Geschäfter, déi gefrot haten, ob et méiglech wär, do eng Reklamm dran ze maachen. Dofir hu mer am Fong geholl en Tarif ausgeschafft. Et kann een den Tarif elo deier fannen oder net. De Maurice Lentz, dee sech haaptsächlech heirëms gekëmmert huet, huet gemengt, datt dat Tariffer wären, wann een eppes 10.000-mol verdeelt, déi net ze deier solle sinn. Dofir hu mer dat op den Ordre du jour setze gelooss, fir kënnen déi zwou Säiten am Magazin fräi ze stelle fir eis Geschäftswelt. Eng ganz kuerz Erklärung. Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver plusieurs contrats de bail dans le bâtiment A du site 1535 °C.

Da géife mer zum véierte Punkt kommen. Dir hutt bestëmmt am leschte Magazin gelies, datt mer de Magazin vum 1. Februar un ingesourct hunn, datt mer de Magazin wäerten hei am Haus selwer produzéieren. Dann hutt der och am Budgetsartikel gesinn, datt d’Dépensen erofgaange sinn, fir de Magazin ze produzéieren. E gëtt heibannen am Haus produzéiert. An do war d’Iddi vun deem Groupe de travail opkomm, ob mer net eise Geschäftsleit d’Méiglechkeet solle ginn, Publizitéiten dran ze maachen. Et ass diskutéiert ginn. D’Virdeeler an d’Nodeeler. Mir als Schäfferot hu gesot mir géifen et probéieren. Op maximal zwou Säiten am Magazin. Just fir Handwierksbetriber, also Geschäfter aus der Stad Déifferdeng. Keng aner. Wa mer déi net voll géife kréien, ass et natierlech kloer, datt d’Stad Déifferdeng eppes dra mécht. D’Veräiner behalen nach ëmmer

Dann och ganz kuerz e puer Wierder vu mir dozou. Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, dass déi Saach ingesourct gëtt, begréisse mer. Mir hunn eis awer, wéi mer eis déi Präisser ugekuckt hunn, déi hei am Dossier dra sinn, als LSAP-Fraktioun gefrot, ob déi Präisser net vläicht e bëssen ze héich sinn. D’Zäit wäert weisen, wéi sech déi Saach entwéckelt. Mä mir hu fonnt, dass do vläicht e bëssen héich ugesat gi wär. Wéi gesot, et muss ee vläicht kucken, wéi déi Saach sech entwéckelt. Am Moment hu mir nach e bëssen eis Zweiwel, wéi mer déi Präisser gesinn hunn. Dat ass am Fong alles, wat ech dozou wollt soen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo, Merci. Dat waren eis Bedenken och. Mä mir hunn am Fong geholl 50% vum private Marché geholl. Do kéint een eis natierlech och virwerfen, mir géifen d’Saach méi bëlleg maachen. Mä et ass fir ze kucken, wéi dat wierklech ukënnt. An dann hu mir absolut kee Problem, erëm an de Gemengerot ze

31

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au contrat de bail de 1535 °C. À partir du 1er janvier, les locataires payeront chacun les canalisations, l’eau et les télécommunications. Un décompte sera fait à la fin de l’année. Le loyer se monte toujours à 6 euros le m2, mais la consommation sera facturée au prix réel. Le comité de pilotage a réfléchi à une adaptation des loyers. Une décision devrait être prise dans le courant de l’année dans un sens ou dans l’autre. (Votes) Le bourgmestre passe au magazine. Depuis le 1er février, le magazine est produit en interne. C’est pourquoi les dépenses prévues pour sa production ont baissé. Dans ce contexte est apparue l’idée d’ouvrir le magazine à des publicités. Il y a des avantages et des désavantages. Le collège échevinal a finalement décidé de réserver deux pages aux annonces, et ce uniquement pour les artisans et les commerces de Differdange. Les associations pourront continuer à publier leurs manifestations gratuitement et les magasins continueront à être présentés comme avant. Plusieurs magasins avaient demandé à publier leurs annonces. Maurice Lentz a mis sur pied un tarif qui, d’après lui, correspond à ce qu’on peut demander pour un magazine distribué à 10 000 exemplaires.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) salue le fait que le magazine soit réalisé en interne. Les socialistes se demandent cependant si les prix pour les annonces ne sont pas un peu élevés. Le temps le montrera. Mais l’orateur a des doutes.


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) s’est posé la même question. Par rapport aux prix pratiqués sur le marché privé, ceux-ci sont inférieurs de 50 %. On pourrait même reprocher à la commune de casser les prix. Mais il s’agit dans un premier temps de voir comment cela fonctionne. Roberto Traversini cède la parole à Mme Saeul.

CHRISTIANE SAEUL (DP) constate qu’après 13 ans, le Déifferdang Magazin sera remplacé par le Diffmag. Les démocrates reconnaissent l’utilité de cette publication en tant que magazine d’information. Le Diffmag continuera à être distribué à tous les ménages et dans les lieux de rencontre. En revanche, le DP n’approuve pas que le magazine soit ouvert à la publicité. Le Diffmag doit conserver une image positive. Le nouveau Diffmag en est à ses débuts et il faut répondre à une série de questions. S’il contient des réclames, pourra-t-on toujours pratiquer un toutes-boîtes? Que faire pour ceux qui ne veulent pas de publicités dans leurs boîtes aux lettres? Le bourgmestre a expliqué que les annonceurs seraient des commerçants et des artisans de Differdange. Les démocrates demandent au collège échevinal de débattre ultérieurement de cette question. Pour ce qui est des réclames sur le Diffbus et sur les futurs vélos de la Ville de Differdange, le DP votera contre. En effet, il s’agit d’un projet purement commercial. Dans ce contexte, la conseillère communale demande un vote séparé. Elle s’associe aux propos de M. Hobscheit concernant les prix. Certains magazines tirés à 35 000 exemplaires sont 15 % moins chers que le Diffmag pourtant tiré à 10 000 exemplaires. En plus, il faudra voir les prix TTC, car l’oratrice ne sait pas si la commune peut facturer la TVA.

kommen an ze soen: «dat do fonctionnéiert net. Et ass ze deier oder et ass ze bëlleg». Madame… D’Madame Saeul, Pardon.

CHRISTIANE SAEUL (DP): Et ass näischt.

sinn Déifferdenger Geschäftsleit, den Artisanat a Commerce, déi kéinten doranner Annoncë maachen. D’Demokratesch Partei géif dofir dem Schäfferot proposéieren, dëst Thema Publizitéit am DIFFMAG nach eng Kéier ze diskutéieren.

CHRISTIANE SAEUL (DP):

Wat d’Messagen oder Reklammen um Diffbus oder spéider Vëlo-Cité-Déifferdang ubelaangt, an och well dëse Projet am renge kommerzielle Sënn ass, wäert d’DP dëse Projet an déi proposéiert Präiskategorien net mat droen. Dofir wollt ech de Schäfferot ëm e Vote séparé froen. Eemol d’Publizitéit DIFFMAG an eemol d’Pub Diffbus.

Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen an Dir Hären. Aus dem Déifferdang Magazin, deen am Januar fir d’Lescht erauskomm ass, gëtt no 13 Joer elo den neien DIFFMAG. Mir begréissen d’Utilitéit vum DIFFMAG als Informatiounsmagazin an a senger neier redaktioneller Form, mat senger Rubrik „Agenda“, „Wat ass lass“ an de Reportagë „Wat war“, deen och weiderhin als gratis-Distributioun un all Déifferdenger Haushalt a Lieux de rencontre verdeelt gëtt.

Ech géif mech dem Här Hobscheit senge Wierder, wat d’Präisser ubelaangt, uschléissen. Mir hunn eng Distributioun vun 10.000 DIFFMAGen. An do hu mer plus ou moins eng Equivalenz. De Magazin, deen an der Zwëschenzäit erëm nei gedréckt gëtt, huet 35.000 Oplagen. An ass 15% méi bëlleg wéi déi Präisser, déi mir hei uwenden. Et muss een elo kucken, wat nach TTC ass, well ech weess net, ob d’Gemeng d’TVA ka rechnen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech hu Problemer mat den Nimm. Dir hutt d’Wuert.

Als Demokratesch Partei kënne mer eis awer net domadder identifizéieren, dass de Magazin kommerzialiséiert gëtt an opgeet fir Publizitéit. Mir wollten dem Schäfferot d’Fro stellen: Passt kommerziell Publizitéit an e Magazin wéi den neien DIFFMAG? Ech denken do un dee positiven Niveau, deen ee weiderhi soll behalen. D’Ausschaffung vun der neier Versioun steet am Ufank. An de Kannerschong. An et stelle sech e puer Froen, déi kloergestallt musse ginn. Wann Annoncen an den DIFFMAG kommen, kënne mer nach ëmmer en Toute-boîtes maache wéinst deene Boîten, wou drop steet: „Keng Reklamme wann ech gelift“? Meng Fro, wien d’Annonceurë sinn, huet den Här Buergermeeschter grad beäntwert. Dat heescht, et

32

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci Madame Ruckert.

Saeul.

Här

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, als Vertrieder vun der KPL begréissen ech, dass de Magazin am Haus gemaach gëtt. Dat ass eng positiv Entwécklung. Op där anerer Säit muss ech awer soen, dass mir staark Bedenken hunn. Bedenken, déi och deelweis an der Finanzkommissioun dës Woch zum Ausdrock komm sinn, dass eventuell déi Entscheedung, zwou Säite mat zweemol 1000 Euro Annoncen eranzebréngen, am schlëmmste Fall dozou féiere kéint,


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX dass de Veräiner, déi Annoncë bei Déifferdenger Geschäftsleit siche ginn, am Joer 20.000 Euro verluer ginn. An dat wär net esou positiv. Well et ass jo awer esou, dass eng Rei Déifferdenger Veräiner hir Aktivitéiten oder hir Jubiläumen oder déi Broschüren, déi se erausginn, awer mat Annoncë vun Déifferdenger Geschäftsleit finanzéieren. Wann natierlech d’Gemeng selwer derfir suergt, do e bëssen „abzesahnen“, kann ee sech virstellen, dass op där anerer Säit d’Geschäftsleit net méi esou mëtschgeebeg sinn, fir dann de Veräiner Annoncen ze ginn. Dofir géif ech soen, dass dat keng ganz gutt Iddi ass, ze versichen en Deel vun de Käschte vum Informatiounsblat vun der Gemeng mat Privatannoncen ze finanzéieren.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Ech kucken dës Säit, Här Glauden.

JOS GLAUDEN (DP): Jo, Merci. Ech hu meng Bedenken e bësse mat den Annoncen. D’Annoncë-Präisser si wéi se dobaussen um Maart eigentlech gehandhaabt ginn. Mä ech gesinn awer e Problem och dobäi. Fir d’Déifferdenger Geschäftsleit ass eng Säit vläicht vill. Mä dann denken ech un déi Geschäfter, déi op de Contournement kommen. Ech denken un den Auchan. Fir déi sinn 1.000 Euro fir eng Annonce Peanuts. Déi huele sech dann déi Annoncë fir d’ganzt Joer. Déi reservéieren sech eng Säit dran. Da gëtt herno gesot, eist Déifferdenger Magazin gëtt vun Auchan gesponsert. Ech soen elo Auchan, mä et kann awer genau esou gutt en anere sinn. Dat ass ee Bedenken, deen ech dobäi hunn. Dofir fannen ech et net ganz gutt. Dat, wat den Här Ruckert gesot huet iwwert d’Veräiner, stëmmt allerdéngs och. An ech hunn nach eng aner Saach, déi mer e bëssen nogaangen ass.

Ech komme mat menger Annonce dohinner als klenge Geschäftsmann an ech hunn näischt preparéiert. Ech hunn dat mat der Schreifmaschinn getippt. Wie mécht mer do de Layout dervun? Wie mécht déi ganz Saachen? Mécht dat och d’Gemeng? Wann d’Gemeng dat mécht, fannen ech, datt dat och en Agrëff an d’Privatwirtschaft vun deene Betriber ass, déi sech dora spezialiséiert hunn. Kreatioun vun der Publizitéit ze maachen. Dofir fannen ech et net optimal. Oder nach net ausgeräift genuch. Et misst ee vläicht nach eng Kéier doriwwer schwätzen, wéi mer dat herno an der Praxis géifen ëmsetzen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass gär geschitt. Alles, wat mer insourcen, huele mer verschiddene Privatbetriber ewech. D’Botzfirma, wou mer d’Botzfraen erausgeholl hunn, hu mer der Firma dat ewechgeholl. Ganz richteg. Et ass genau dat, wat mer hei wollten. Et gouf jo am Fong geholl gesot, mir wéilten dat intern maachen, fir kënnen e bësse Geld ze spueren. An awer och deene Leit d’Méiglechkeet ginn, hei ze schaffen. Den Här Liesch wollt eppes vum Geschäftsverband soen, well hie sech ganz intensiv mam Här Bertinelli dorëms këmmert. An hien huet d’Wuert gefrot an e kritt et ganz gär.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Merci, Här Buergermeeschter. Ech hat déi heite Propositioun elo matgeholl. Et ass en neie Grupp amgaange sech ze grënnen, fir de Geschäftsverband erëm als Comité funktiounsfäeg ze kréie mat jonken dynamesche Geschäftsleit vun Déifferdeng, déi ganz engagéiert sinn. Ech hat dës Propos matgeholl. Si waren éischter positiv agestallt iwwer déi heiten Aart a Weis fir virzegoen, dass mer den Déifferdenger

33

ALI RUCKERT (KPL) salue le fait que le magazine soit réalisé en interne. Il s’agit d’un développement positif. Mais le conseiller communal, tout comme la commission des finances, s’inquiète de ce que la mise en vente de deux pages du magazine communal n’entraîne des pertes à hauteur de 20 000 euros pour les associations qui vendent des annonces aux commerçants differdangeois. Car toute une série d’associations financent leurs publications à travers des annonces. Or si les commerçants dépensent de l’argent pour des réclames dans le magazine, il leur restera moins d’argent pour les associations. L’idée n’est donc pas bonne. JOS GLAUDEN (DP) exprime à son tour ses doutes. En soi, les prix sont corrects. Mais les commerçants de Differdange ne voudront peut-être pas d’une page entière. En revanche, ceux du contournement, et notamment Auchan, n’auront pas de mal à débourser 1 000 euros pour une grande annonce. Ils pourraient même réserver une page pour toute une année. Il ne faudrait pas qu’on finisse par dire que le magazine est sponsorisé par Auchan. Ce qu’a dit M. Ruckert au sujet des associations est tout aussi vrai. En plus, comment va s’y prendre un petit commerçant qui n’a pas les moyens de préparer lui-même son annonce? La commune s’en chargera-t-elle? Et dans tel cas, ne s’agit-il pas de concurrence par rapport aux sociétés dont c’est le gagne-pain? C’est pourquoi le conseiller communal trouve que cette idée n’est pas assez mûre pour être mise en pratique. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que lorsque la commune décide de faire quelque chose en interne, elle enlève toujours cette chose à une entreprise. Mais c’est précisément ce que le collège échevinal voulait, car il s’agit d’économiser de l’argent et donner du travail à des gens à la commune. M. Liesch souhaite mentionner la réaction de l’Association des commerçants.


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique qu’une jeune équipe est en train d’essayer de redonner vie à l’Association des commerçants de Differdange. L’échevin lui a soumis l’idée d’annonces dans le magazine. La réaction a été positive, car les annonces permettront aux commerçants de mieux faire connaître les magasins aux Differdangeois. M. Glauden a dit qu’un groupe important pourrait simplement réserver une page. Mais ce sera à la commune de décider si elle souhaite le faire ou pas. Ce qui est intéressant, c’est que l’ACOMM a eu la même idée, consistant à réserver une page pendant plusieurs mois pour ses membres. Ceux-ci pourraient alors publier des réclames dans le magazine et s’ils ne peuvent pas réaliser les annonces euxmêmes, ils seraient soutenus par l’association. La commune pourrait aussi faire un prix aux commerçants membres. En tout cas, l’ACOMM a trouvé qu’il s’agissait d’une très bonne idée.

ROBERT MANGEN (CSV) estime que si deux pages sont réservées pour des annonces, il faudra que tous les commerçants puissent en profiter. La commission des finances a proposé des réductions pour les commerçants voulant réserver une page à l’année. C’est ce qui est pratiqué aussi dans d’autres domaines.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) voit des incohérences dans les propos des conseillers communaux. Il propose que l’on tire un bilan avant les vacances d’été. Il s’agit de lancer quelque chose de nouveau afin de soutenir les commerçants. Si cela ne fonctionne pas, il faudra trouver autre chose. On a demandé un vote séparé pour les réclames dans le magazine et celles sur les bus. Roberto Traversini ne comprend pas la logique, mais ce n’est pas la première fois.

Geschäftsleit eigentlech eng Méiglechkeet ginn, am Magazin, hiert Geschäft méi bekannt an der Déifferdenger Bevëlkerung ze maachen, wéi dat am Moment de Fall ass. Respektiv iwwer déi lokal Press musse maachen, wou se dann awer net déiselwecht Leit erreechen. Do war och zum Beispill d’Iddi komm, wéi den Här Glauden elo grad gesot huet, dass ee Grousse sech dann eng Säit ka reservéieren. Ech mengen, et ass jo ëmmer nach un der Gemeng ze kucken, wiem se eng Säit gëtt. Mä d’Iddi war vun där anerer Säit komm — an déi hunn ech ganz interessant fonnt — wou si gesot hunn: «Kënne mir als Geschäftsverband net zum Beispill eng Säit iwwer ee Joer oder iwwer e puer Méint reservéieren, wou mir se dann ënner eise Memberen am Geschäftsverband verdeelen». A wou och Leit, déi eben am Geschäftsverband wëlle matschaffen, déi zum Beispill e Betrib hunn, Reklamme kënne maachen. En plus kënne mer deene Leit, déi zum Beispill mat der Schreifmaschinn eppes getippt hunn, ënner d’Äerm gräifen. Mir kënne vläicht vill méi attraktiv Präisser maachen, fir Leit déi am Geschäftsverband sinn, wéi eisen normalen anere Clienten. Do si Synergien entstanen, déi ech ganz interessant fonnt hunn. Do sinn awer all Méiglechkeeten nach op. An ech hunn awer éischter gespuert bei deene Leit vum Geschäftsverband, dass dat heiten eng ganz gutt Iddi wär a se géif ganz gutt opgeholl gi vun hinnen!

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Här Mangen.

ROBERT MANGEN (CSV): Ech wollt och an deem Sënn nach soen, datt et elo zwou Säite sinn déi reservéiert sinn. Dat soll awer korrekt oflafen, datt jiddwereen dru kënnt.

34

A mir haten och an der Finanzkommissioun geschwat, datt een eng Reduktioun kéint virschloe vun engem gewëssene Prozentsaz, wann een elo fir e ganzt Joer eng Säit géif reservéieren. Datt een net ëmmer deeselwechte Prozentsaz huet, wéi dat och an anere Sparte méiglech ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass e klenge Widdersproch dran, mä mir huelen dat alles mat. Ech géif och mengen, datt mer no sechs Méint oder virun der grousser Vakanz e Bilan sollen zéien. Da kann een dat nach eng Kéier iwwerkucken. Et ass eppes Neies, wat mer probéieren. Wann et eis wierklech net geléngt, da loosse mer et an Zukunft ewech. Oder mir fannen aner Saachen. Mä hei ass et wierklech fir ze kucken, eise Geschäftsleit ënner d’Äerm ze gräifen. An ech mengen et ass derwäert. Et ass e separate Vote gefrot gi fir d’Magazin, respektiv fir d’Publizitéit op de Bussen. Ech hunn zwar d’Logik net verstanen dobäi, mä ech verstinn net ëmmer alles ganz schnell. Dann erkläert Der mer dat nach eng Kéier a Rou. Mä op alle Fall géife mer zwee Votten huelen. Ee fir den DIFFMAG. An dann de Rescht. Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Et ass eng Saach, déi mech elo e bëssen irritéiert. Ech sinn am Prinzip och der Meenung, et sollt een eng gewëssen Ulafzäit probéieren. Mä déi Fro, déi zu Recht gestallt ginn ass: Gi mer dann e Reklamme-Bliedchen, dat net méi an d’Boîten däerf geheit ginn, wou steet: „Keng Reklammen, wann ech gelift“?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech mengen net.


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG):

Ass dee Punkt kloer?

Dozou, als Avenant. Ech géif et am Fong gutt fannen, fir dat weiderzeféieren. Vläicht. Dat ass, dass mer jo eng relativ schappeg Homepage de Moment hunn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech woe mech elo wäit aus der Fënster a soe Jo. Dat misst klappen. Mä et kënnen natierlech och elo Autocollante ginn „Keen DIFFMAG“. Mä mir maachen dat. Mir géifen dann elo zum Vote komme fir d’Reklammen am DIFFMAG.

Le conseil communal décide avec 11 voix oui et 6 voix non d’approuver la partie du nouveau chapitre A-7 du règlement des taxes, tarifs et prix de la Ville de Differdange concernant les tarifs d’insertions publicitaires dans le Diffmag.

An dann de Rescht.

GEMENGESEKRETÄR HENRI KRECKÉ: All déi aner Tariffer.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): All déi aner Tariffer. Mat de Vëloen, déi mer hoffen ze kréien an d’Reklammen hannen op de Bussen. An alles wat dat mat sech bréngt. Le conseil communal décide avec 16 voix oui et 1 voix non d’approuver la partie du nouveau chapitre A-7 du règlement des taxes, tarifs et prix de la Ville de Differdange concernant les tarifs d’insertion d’annonces sur le Diffbus.

Den Här Schwachtgen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Déi gëtt frësch gemaach!

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Wou mer nach Kommissiounsleit drop hunn, déi et laang net méi gëtt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Vum 1. Februar un ass déi nei!

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Jo, mä da wär et vläicht eng Iddi, fir och dee Magazin online ze setzen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Alles leeft, Här Schwachtgen.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): D’Homepage an esou virun.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Da géife mer zum Reglement vun den Taxen iwwer d’Nuits blanches kommen. Ech géif dem Här Ulveling d’Wuert ginn, net datt deen haut fir näischt komm ass.

35

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) est d’avis qu’il faut faire l’essai et voir ce que cela donne. Mais il se demande aussi si une distribution toutes boîtes sera encore possible.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ne voit pas de problème.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) demande s’il en est sûr.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) en est convaincu, à moins que des autocollants «Pas de magazine s’il-vous-plaît» ne voient le jour. (Vote)

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) estime qu’il faudrait aller plus loin. Actuellement, le site de la commune est médiocre.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’il est en train d’être refait.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) insiste que les informations n’y sont plus à jour.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) annonce que le nouveau site sera en ligne le 1er février.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) suggère que le magazine y soit mis en ligne.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que tout cela est en train d’être réalisé. Le bourgmestre passe au règlement des nuits blanches et cède la parole à M. Ulveling, qui au moins ne sera pas venu pour rien.


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX TOM ULVELING (CSV) rappelle qu’il a présenté un bilan tout à l’heure.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) signale qu’il est de moins en moins enclin à autoriser des nuits blanches. En effet, il tient à ce que les habitants de Differdange aient la paix. Il reste quelques cas difficiles, mais les propriétaires commencent à investir dans l’insonorisation des locaux.

TOM ULVELING (CSV) explique que l’octroi d’une nuit blanche autorise les débits de boissons alcooliques à ouvrir jusqu’à 3 h du matin. Ces nuits blanches ont lieu du 13 au 15 février pour Carnaval, les 15 et 16 mars pour la Mi-Carême, la veille du 1er mai, la veille de la Fête nationale, le réveillon et la Saint Sylvestre. La commune accorde aussi des nuits blanches à l’occasion de la kermesse le 23 avril et les 1er, 2, 8 et 9 mai à Differdange, les 17 et 18 juillet à Niederkorn, les 31 juillet et 1er août au Fousbann et les 9 et 10 octobre à Oberkorn. Les 10 et 11 juillet, des nuits blanches sont accordées à Lasauvage et Fond-de-Gras pour la kermesse et le Blues Express.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Ech hunn dach scho mäi Bilan virgestallt.

dann, wéi gesot, d’fräi Nuecht accordéiert ass. Wann der domat d’accord sidd, géif ech iech bieden, deem zouzestëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Ech weess net, ob der et schonn héieren hutt. Mir sinn e bësse méi streng gi mat de fräien Nuechten. Ech gi kengem méi eng fräi Nuecht, wann ech net mam neie Proprietaire oder Locataire vun de Bistroen diskutéiert hunn. Ech ginn an der Lescht guer net méi vill fräi Nuechten.

Merci. Elo wollt ech dem Mersch Camille d’Wuert ginn.

Ech fannen, datt d’Bierger an d’Biergerinnen e Recht op Rou hunn. Et muss ee soen, datt dat wierkt. D’Leit fänken un, e bëssen an de Schall ze investéieren. Ech wäert versichen, dat dann och esou weiderzemaachen. Mir hunn nach e puer Problemfäll. Mä mir sinn amgaangen un deenen ze schaffen.

Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, Dir hutt scho selwer gesot, dass Der méi streng gi sidd. Dat wëlle mir ausdrécklech begréissen. Fräi Nuechte sinn eng gutt Saach fir d’Caféen, mä do wou Caféë vläicht och emol direkt a Wunngebidder leien, ass d’Kohabitatioun tëschent dem Café an den Haiser ronderëm net ëmmer esou evident. Dofir ass et mengen ech wichteg, dass mer als Gemeng en A drop behalen, wéi esou Saache sech entwéckelen. Dass ee vläicht och emol eng Kéier de béise Fanger weist, wann ee mierkt: «Hei, do klappt et net.» An dass een effektiv esouwäit geet, dass, wann ee sech net un d’Spillregelen hält, dann och vläicht emol seet: «Du häls dech net un d’Spillregelen, du kriss keng fräi Nuecht méi.»

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Här Ulveling.

fait semblant de céder la parole à M. Camille Mersch avant de désigner M. Hobscheit. (Hilarités)

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV):

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) salue le fait que la commune se montre plus stricte. En effet, la cohabitation entre les cafés et leurs voisins n’est pas toujours évidente. La commune doit surveiller comment la situation évolue. Lorsqu’elle remarque qu’un cafetier ne se tient pas aux règles du jeu, elle ne doit pas hésiter à ne plus lui accorder de nuits blanches. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que c’est ce qui se passe.

Merci, Här Buergermeeschter. Also et geet ëm d’fräi Nuechten. Dat heescht, wou d’Débits de boissons alcooliques bis dräi Auer nuets kënnen op sinn. Dat ass éischtens fir Fuesend den 13., 14. a 15. Februar. Dann ass et Halleffaaschten de 15. an de 16. Mäerz. Dann ass et am Virowend vum 1. Mee, den 30. Abrëll. Dann ass et bei Nationalfeierdag, och de Virowend, den 22. Juni. Dann ass et bei Reveillon, bei Chrëschtdag, bei Stierwesdag an dann och bei Silvester. Zousätzlech dozou ginn an der ganzer Gemeng eenzel Nuits blanches accordéiert, wa Kiermes ass. Dat ass den 23. Abrëll, den 1., 2., 8. an 9. Mee. Zu Lasauvage a Fonds-De-Gras, bei der Kiermes an och beim Blues Express, ass dat den 10. an den 11. Juli. Zu Nidderkuer bei der Kiermes de 17. an den 18. Juli. Um Fousbann bei der Kiermes den 31. Juli an den 1. August. An zum Schluss zu Uewerkuer den 9. an den 10. Oktober, wou

36

(Gelächter) Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP):

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Esou geschitt dat och.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Dat fanne mer och wichteg. An dat fanne mer dann och gutt esou. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Madame Saeul, Dir kritt elo e schwéiere Stand. Dir hutt d’Wuert.


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX CHRISTIANE SAEUL (DP): Merci, Här Buergermeeschter. Ech ginn Iech total Recht. Ech géif dann eisem fréiere Kolleeg, dem Här Camille Mersch, seng Aufgab iwwerhuelen a matdeelen, dass d’DP mat de fräien Nuechte vun 2015 averstanen ass. An awer och soen, dass mir ganz domat averstane sinn, dass dëst elo méi streng gehandhaabt gëtt. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci och fir Är Ënnerstëtzung. Mir géifen zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le relevé des nuits blanches officielles pour 2015.

Mir géifen zum Règlement temporaire de circulation kommen. Här Bertinelli, Dir sidd dee richtege Mann dofir.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech ginn elo just op déi grouss Schantercher an an op déi, déi méi ewéi een Dag eis Leit an eis Awunner hënneren. An der Rue Prince Henri gëtt op d’Réseaue geschafft. De Schantjen wäert do och méi laang daueren. An der Rue Aloyse Kayser mécht d’Post nei Chantieren. Et sinn och d’Réseauen, déi nei gemaach ginn. D’Rue Pierre Gansen brauch ech net méi ze ernimmen. Do ginn au fur et à mesure déi eenzel Stroossen, déi niewendru leien, opgerappt, fir d’Kanalisatioun, d’Elektresch an de Gas ze leeën. Dat gëtt och ëmmer an deem Reglement agedroen. Do ass dës Kéier d’Rue Pierre Gansen an d’Rue Haneboesch mat derbäi.

An der Rue Pierre Bessemer: Travaux de réaménagement des réseaux. An der Grand-Rue, au fur et à mesure, datt dee Schantjen weidergeet, musse mer déi Reglementer esou aménagéieren. An der Rue Prince Henri ginn och Réseaus-Aaarbechte gemaach. An dann d’Rue de l’Hôpital. Déi huet och mat der Groussstrooss ze dinn. Dat sinn déi Réseauen, déi doriwwer weidergefouert ginn. Dann hu mer nach d’Rue des Ligures zu Nidderkuer, wou Aarbechten am Buedem musse gemaach ginn. An dann och d’Rue de la Chapelle, bei der Place des Alliés, déi ugeschloss mussginn un déi eenzel Réseauen. Do mussen och d’Trottoiren a weider Aménagementer gemaach ginn. Dat sinn elo déi grouss Schantercher. Déi kleng, wou een Dag dru geschafft gëtt, hunn ech net matgeholl. Ech wollt iech net langweilen. Dat do sinn déi, wou een iech vläicht dobausse freet, firwat déi Schantercher esou laang daueren. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bertinelli. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les règlements temporaires de circulation.

Merci. Vun de Kommissiounen ass näischt erakomm. Den Här Ruckert huet nach eng Fro.

ALI RUCKERT (KPL): Jo, Här Buergermeeschter. Et schéngt jo elo esou, wéi wann op ArcelorMittal zu Déifferdeng eng gewësse Quantitéit vu Pneue verbrannt ginn. Meng Fro wär: Wien huet déi Genehmegunge ginn? Ass do eng Impaktstudie gemaach ginn oder brauch do keng gemaach ze

37

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) trouve que c’est important.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) cède la parole à Mme Saeul, qui a une tâche bien difficile.

CHRISTIANE SAEUL (DP) a la lourde de tâche de reprendre ce domaine qui incombait à M. Mersch. Le DP votera en faveur des nuits blanches et salue la sévérité de la commune. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe aux règlements temporaires de circulation.

FRED BERTINELLI (LSAP) ne mentionnera que les chantiers durant plus d’un jour. Sont concernées les rues Prince-Henri et AloyseKayser, dans lesquelles des travaux sont en cours sur les réseaux. Dans la rue PierreGansen et alentour, les ouvriers sont en train de poser les canalisations, l’électricité et le gaz. Les réseaux sont également réaménagés dans la rue de l’Hôpital, la rue de la Chapelle et la place des Alliés. Des travaux ont également lieu dans la rue des Ligures. Parallèlement, il y a aussi des chantiers qui ne durent qu’une journée. Mais l’échevin ne veut pas ennuyer le conseil communal. C’est pourquoi il se limite aux chantiers au sujet desquels la population pourrait poser des questions. (Vote)


4. RÈGLEMENTS COMMUNAUX / 5. QUESTIONS ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) signale qu’il n’y a pas de changements dans les commissions et cède la parole à M. Ruckert, qui souhaite poser une question.

ALI RUCKERT (KPL) s’inquiète de ce qu’ArcelorMittal est en train de brûler une quantité importante de pneus à Differdange. Qui a émis l’autorisation? Une étude d’impact a-t-elle été réalisée? Quelle est la position de la commune? ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle que cela est déjà arrivé il y a des années, quand les écologistes faisaient partie de l’opposition. Ils avaient d’ailleurs manifesté.

ginn? A wéi ass d’Haltung vun der Gemeng dozou? Wou et jo net ausgeschloss ass, dass do eng Belaaschtung fir d’Déifferdenger Awunner virprogramméiert kéint sinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci fir déi Fro. Ech ginn eisem Ëmweltschäffen d’Wuert.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Viru Joren hate mer dee Phenomen schonn eng Kéier. Do ware mir nach als Gréng an der Oppositioun! Do hu mer souguer dogéint manifestéiert, datt d’Pneue géife verbrannt ginn. Ech hunn dat net vergiess.

n’a pas oublié la réaction des Verts à l’époque. L’échevin à l’environnement connaît les détails de l’affaire.

ALI RUCKERT (KPL):

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique

Ech si jo och dergéint.

ALI RUCKERT (KPL) y est aussi opposé.

que le ministère de l’Environnement a émis l’autorisation. ArcelorMittal est en droit de brûler des pneus depuis le 13 janvier. L’échevin peut remettre le document au conseil communal si celui-ci le souhaite. D’une manière générale, le collège échevinal est sceptique, mais la commune n’est pas compétente dans ce domaine. Tout ce qu’elle peut faire, c’est faire confiance aux instances compétentes et demander les résultats des analyses effectuées.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) informe les conseillers communaux que la prochaine séance aura lieu le 4 mars à 14 h et la suivante le 22 avril à 8 h.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dogéint. Ech hat geduecht, Dir géift domadder kommen. Ech wëll Iech awer drun erënneren, datt mer dat net vergiess hunn. An datt mer wierklech do e strenge Bléck drop geheien. Mä eisen Ëmweltschäffe weess do nach méi Detailer wéi ech.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Jo. Also et ass esou, dass se effektiv den 13. Januar hätte kéinten ufänke laut der Autorisatioun, déi se vum Ëmweltministère kritt hunn. Mat Oplagen natierlech. Ech kann och do, wann dat gewënscht ass, dat Dokument, wat mer do kritt hunn, un de Gemengerot weiderginn. Dat ass jo kee Problem. Dat ass en offiziellt Dokument. Dat kënne mer gäre maachen. Dir kennt eis Haltung. Mir bleiwen ëmmer ganz skeptesch mat esou Saachen. Mä mir sinn awer net als Gemeng kompetent genuch, fir do kënnen anzegräifen. Weder fir Kontrollen ze maachen nach

38

soss iergendeppes oder Genehmegunge kënnen ze ginn. Mir kënnen eis do nëmmen op de Ministère a seng Instanze verloossen. Dat eenzegt, wat mir maachen, ass mir wäerten ëmmer erëm regelméisseg nofroen, fir Resultater ze kréie vun deenen Analysen. Drop pochen, dass dat och alles gemaach gëtt an net einfach vergiess gëtt. Méi kënne mer als Gemeng net maachen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Ech wëll iech just zwou Matdeelunge maachen: déi nächst Gemengerotssitzung ass de 4. Mäerz um 14 Auer. Déi duerno ass virverluecht ginn op den 22 Abrëll. Awer net mëttes um zwou, wéi et op ärer Invitatioun steet, mä moies um aacht Auer. Ech wollt iech dat matdeelen. De 4. Mäerz um zwou an den 22. Abrëll moies um aacht Auer. Jo, Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Ech wollt nofroen, wéi et mat der Miami University ass. Den Här Ulveling hat et eng Kéier kuerz ugeschwat, dass e gewëssent Sécherheetsbedierfnis wier. Dofir wollt ech froen, ob in der Tat no der Sécherheet gekuckt gëtt? An ob do d’Gemeng dofir zoustänneg ass, ob mir dofir d’Käschten droen, fir iergendwéi no der Sécherheet ze kucken? A wéi dat ebe gehandhaabt gëtt?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech ginn dem Här Ulveling ganz gär d’Wuert. Mä et ass absolut näischt. Op alle Fall ech als Buergermeeschter hunn néierens gesot kritt, datt méi misst opgepasst ginn oder net. Den Här Ulveling huet dat, mengen ech, eng Kéier am Zesummenhang mam Park gesot.


5. QUESTIONS SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Et ass esou, dass si vun der amerikanescher Ambassade Terrorwarnunge géife kréien, wann der da wären. An da musse si hir Dispositiounen huelen. Mir hunn am Prinzip näischt direkt domat ze dinn. Indirekt hu mer wuel eppes dermat ze dinn, well ech Iech jo erkläert hat, dass mer de Parc Dune wëlle fir d’Populatioun opmaachen. An ech wollt dee relativ large opmaachen. An do wëlle si awer e gewëssene Périmètre de sécurité. Si wëllen, dass am Fong hiert ganzt Areal clôturéiert bleift. Dass een net direkt kéint do era goen. Méi ass et net.

Domadder ass dann d’Gemengerotssitzung vun haut eriwwer. Op alle Fall, déi wou d’Journalisten däerfen dobäi bleiwen. Ech soen iech Merci. An ech hoffen, datt mer eis wéi all Joer de 6. Februar gesinn. Do setzt de Schäfferot sech mat de Journalisten zesummen. Dann hoffen ech, datt der dann och do derbäi sidd. Datt mer kënnen iwwer d’Kommunikatioun an Déifferdeng schwätzen.

Mir hunn awer elo eng Eenegung fonnt. Soubal d’Wieder e bësse besser gëtt, kënne mir ufänken, déi grouss Paart opzemaachen, fir dass d’Leit aus dem Zentrum direkt kënnen an de Parc Dune eragoen. Net méi spéit wéi leschten Dënschdeg, hu mer schonn alles opgemooss, fir hinnen nach eng Kéier bildlech ze weisen, wéi e Stéck vun hirem Park mer hinnen amputéieren. Dat musse mer dann nei amenagéieren, fir do eranzekommen.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) souhaite demander à M. Ulveling ce qu’il en est de la Miami University. L’échevin avait mentionné des problèmes de sécurité. De quoi s’agit-il? Des frais incombent-ils à la commune?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) n’est au courant de rien. Personne ne l’a informé de quoi que ce soit.

TOM ULVELING (CSV) explique que l’ambassade américaine informe la Miami University en cas de menaces terroristes. À l’université de prendre ensuite d’éventuelles mesures. En principe, cela ne concerne pas la commune. Cependant, le collège échevinal souhaite ouvrir le parc Edmond-Dune à la population. C’est pourquoi la Miami University a demandé à instaurer un périmètre de sécurité. Un accord a pu être trouvé. Lorsqu’il commencera à faire beau, une partie du parc sera accessible à la population. L’entrée devra être réaménagée. Si l’université craint des problèmes, elle n’aura qu’à demander à ses étudiants de rester à la maison. Mais cela ne concerne en rien la commune, qui dispose bien d’un gardien, mais pour surveiller les sculptures:

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute que les Differdangeois ne doivent pas craindre de sortir de chez eux. Les terroristes, comme ceux de Paris, veulent faire peur aux populations et il ne faut pas jouer leur jeu. Le bourgmestre clôture la séance. Il rappelle aux journalistes qu’une rencontre avec la presse aura lieu le 6 février.

Mä et ass am Fong net en direkte Problem vu Sécherheet. Wa si Bedenken hunn, musse si zu hire Schüler soen, si missten doheem bleiwen. Mir hunn awer do näischt, ausser dass mir e Gardien hunn, dee periodesch a regelméisseg do derduerchgeet. Awer dat ass éischter fir eis Skulpturen ze iwwerwaache wéi elo d’amerikanesch Studenten.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Ech wëll just soen, datt eis Matbierger net fäerte sollen. Si sollen erausgoen. Well alles, wat zu Paräis geschitt ass, ass jo just fir de Länner an de Leit Angscht anzedreiwen, datt se sech onsécher ze fillen. An dat Spill maache mir net mat.

39


SÉANCE DU CONSEIL COMMUNAL DU MERCREDI 4 MARS 2015 CONSEILLERS PRÉSENTS: Roberto Traversini, bourgmestre (déi gréng) Erny Müller, 1er échevin (LSAP) Tom Ulveling, échevin (CSV) Fred Bertinelli, échevin (LSAP) Georges Liesch, échevin (déi gréng) François Antony (LSAP) Carlo Bernard (DP) Pascal Bürger (DP) Gary Diderich (déi Lénk) Jos Glauden (DP)

Martine Goergen (DP) Pierre Hobscheit (LSAP) Robert Mangen (CSV) Marcel Meisch (DP) Ali Ruckert (KPL) Christiane Saeul (DP) Pierrette Schambourg (CSV) Fränz Schwachtgen (déi gréng) Arthur Wintringer (DP)

ORDRE DU JOUR SÉANCE PUBLIQUE 1. Communications du collège des bourgmestre et échevins 2. Projets communaux: stade de football Jaminet à Oberkorn — travaux de rénovation et de mise en conformité — plans et devis. 3. Actes et conventions a) acte d’échange avec l’État portant sur des surfaces boisées à Niederkorn; b) contrat c) 1er avenant au contrat de bail d’une surface commerciale dans la résidence Reggio; d) contrats de bail dans le bâtiment 1 du 1535°C; e) convention avec le CIGL Differdange pour l’exercice 2015; f) contrat de bail avec le Centre d’orientation socioprofessionnel dans l’ancienne école professionnelle de Differdange. 4. Personnel communal a) diverses adaptations au niveau de l’organigramme; b) fixation des emplois des différentes fonctions du cadre fermé pour les diverses carrières des fonctionnaires communaux. 5. Proposition d’inscription à l’inventaire supplémentaire des monuments nationaux de deux maisons situées dans la Grand-rue à Differdange. 6. Règlements communaux a) modification au chapitre G1 — stationnement du règlement-taxe, sous 2) parkings couverts; b) règlements temporaires de circulation. 7. Syndicats intercommunaux: demande d’adhésion des communes de Colmar-Berg, de Fischbach, de Goesdorf et de Wahl au SIGI. 8. Changements au sein des commissions consultatives. 9. Questions.

40


SÉANCE NON-PUBLIQUE 1. Personnel communal a) nomination provisoire d’un rédacteur ; b) primes d’astreinte variables ; c) démissions d’éducatrices dans l’enseignement reprises par l’État ; d) contrats à durée déterminée au sein de l’école de musique ainsi que des structures d’accueil ; e) contrats de remplacements au cours du dernier trimestre 2014 dans les structures d’accueil.

41


1. COMMUNICATIONS / 2. PROJETS COMMUNAUX ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ouvre la séance.

ERNY MULLER (LSAP) plaisante qu’avant, le conseil communal attendait que les cloches retentissent. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que les cloches n’existent plus. Le bourgmestre se réjouit de l’arrivée du printemps. Lorsqu’il est venu à l’hôtel de ville, il a entendu les oiseaux gazouiller. Il passe à deux communications. La première concerne la vente aux enchères de deux terrains. L’une d’entre elles aura lieu le 28 avril à l’Aalt Stadhaus et la presse y est invitée. À partir d’aujourd’hui, il est aussi possible de se renseigner sur les terrains des anciens ateliers de Niederkorn sur le nouveau site internet communal. L’orateur passe au premier point. Il profite de l’occasion pour présenter ses condoléances à la famille Nardecchia. M. Nardecchia a beaucoup œuvré en faveur du football et du Luna. Roberto Traversini aurait voulu qu’il soit là aujourd’hui pour la présentation de ce projet.

FRED BERTINELLI (LSAP) explique qu’il est question du réaménagement du terrain du Luna. Lorsque Michel Klein a décidé de construire un terrain de football dans le quartier d’Oberkorn-gare en 1931, les habitants du quartier ont pris les choses en main. Pendant la Deuxième Guerre mondiale, le Luna n’a pas pu y jouer, parce que les Allemands l’interdisaient. Puis, en 1957, ils ont dû abandonner le terrain en raison de l’exploitation minière. La famille Jaminet leur a alors mis une prairie à disposition. C’est ce qui explique que le stade porte aujourd’hui son nom. À chaque difficulté, les membres du Luna ont reconstruit le terrain eux-mêmes. Aujourd’hui, il faudrait expliquer à certains jeunes les efforts réalisés par ces gens pour pouvoir faire du sport. Après 60 ans, ce terrain est à bout. Depuis 3 ans, la Fédération luxembourgeoise de football se plaint qu’il ne répond plus aux normes de sécurité. C’est pourquoi la commune a finalement libéré des fonds pour 2015 et 2016. Tout d’abord, Fred Bertinelli remercie M. Braun, le propriétaire du terrain, d’avoir mis celui-ci à disposition du club pour les 20 prochaines années. Les travaux coûteront un peu plus d’un million d’euros pour le terrain de football, l’éclairage et une petite buvette. Les ves-

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Schéine gudde Mëtteg.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Soss hu mer d’Klack ëmmer ofgewaart, mä et ass e bëssen ze fréi.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo, et ass well d’Klacken net méi do sinn. Merci, datt der hei sidd. Et ass bal eng Fréijorssitzung. Wou ech komm sinn, hunn ech d’Villercher héiere päifen. Dat ass ëmmer e gutt Zeechen. Zwou ganz kleng Kommunikatiounen: d’Stee vun eisen zwee Terrainen. Do ass eng den 28. Abrëll am Ale Stadhaus um dräi Auer. Dat ass haaptsächlech och fir d’Press, mä net nëmme fir d’Press. An da vun haut un ass et och méiglech iwwer eisen neien Internetsite sech ze interesséiere fir déi Bauplaze beim alen Atelier zu Nidderkuer. Dat just ganz kuerz gesot. Da géife mer direkt zum Projet kommen. E wichtege Projet, wou scho laang driwwer geschwat gëtt. Et ass e komescht Gefill fir mech; ier ech dem Fred dann och d’Wuert ginn, mir hunn e Veräinsmënsch verluer. An ech wäert der ganzer Famill eist häerzlecht Bäileed ausdrécken, fir den Här Nardecchia, well hie sech wierklech vill fir de Fussball agesat huet. Vill fir d’Luna. A mir wënschen der Famill ganz vill Kraaft! Ech wär frou gewiescht, wann hien och haut hätt kéinten hei am Sall sëtzen, bei der Virstellung vun dësem Projet. Här Bertinelli, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, mir hunn elo hei en Devis virleien. Eng Renova-

42

tioun, besser gesot en Neibau vum Terrain Luna op der Uewerkuerer Gare. Wéi den Här Klein Michel, ee vun de Grënnungspappe vun der Luna, 1931 de Fussballveräin um Quartier Uewerkuerer Gare gegrënnt huet, hunn d’Leit sech virgeholl, viru 85 Joer, fir en Terrain selwer ze bauen. Op den ale Cockerillsterrain. Am Kazebësch hu se iwwer 50.000 Meter Kibb Buedem transportéiert mat Schubkaren, mat Schëppen, wou déi hallef Uewerkuerer Gare eng Hand mat ugepak huet. Effektiv war et ëmmer d’Traditioun op der Luna fir Terraine selwer ze bauen. Scho bei der Grënnung an och virum Krich. Déi fënnef Joer am Krich, konnte se kee Fussball spillen, well déi Däitsch dat verbueden haten. An nom Krich hu se dat weidergefouert, wéi gesot um Terrain vun der Cockerill bis 1957. Dunn hu se leider misse wéinst dem Dagesbau den Terrain verloossen. Bis 1963 konnte se kee Futtball spillen, well se do keen Terrain haten. 1963 war et d’Famill Jaminet, déi eng Wiss am Kuersprong zur Verfügung gestallt huet, fir datt d’Leit hiren Terrain konnten amenagéieren. A fir där Famill Merci ze soen, heescht den Terrain haut Stade Jaminet. An erëm hunn d’Leit vun der Luna d’Äerm eropgestrëppt a Fonge gesicht fir hir Spillfläch, fir kënne Sport ze maachen, selwer anzeriichten. Just deen Terrain vun de Vestiairë stoung op Terrain vun der Gemeng, wou en och nach haut steet, a wou nach haut Fussball gespillt gëtt. Dat war dat Eenzegt, wou d’Gemeng och gehollef huet, fir dat ze maachen. Et muss ee verschidde jonke Leit haut emol soen, wat déi Leit geleescht hunn, fir Sport kënnen ze maachen. Fir praktesch dräimol e Fussballsterrain ze realiséieren, fir kënnen hire Sport auszeüben. Elo, 60 Joer méi spéit, ass et dann definitiv fäerdeg mat dësem Terrain. Zënter dräi Joer kritt d’Luna all Joers eng Mahnung vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun,


2. PROJETS COMMUNAUX datt deen Terrain net méi adaptéiert wier. Datt déi Installatioune marod wieren an och an där haiteger Zäit, deene Sécherheetsnormen net méi géifen entspriechen. Esou hu mir dann och am Budget 2015 an 2016 Fonge fräi gemaach. Dat war deen eenzege Moyen fir d’FLF drun ze kréien, fir dësen Termin nach e bëssen iwwer de Januar 2015 weiderzeféieren, fir datt d’Luna nach kéint spillen, bis deen Terrain géif nei gemaach ginn. Elo zu den Aarbechten: fir d’Alleréischt wëll ech dem Här Braun, deem haitege Besëtzer vum Terrain, Merci soe fir deen Areal, deen hien eis fir déi nächst 20 Joer zur Verfügung gestallt huet.Well ouni dat, wier den Ëmbau net méiglech gewiescht. Dëst soll e bëssen iwwer eng Millioun kaschten. E komplett neien Terrain, eng nei Beliichtung, eng kleng Tribün. Des Weidere gëtt bei der Entrée eng kleng Buvette gebaut. Déi bestehend Vestiairen an d’Toilettë gi renovéiert. Dëst gëtt subsidiéiert vum Ministère des Sports zu 25%. Während den Ëmbauaarbechte kann d’Luna, souwéi verschidden aner Veräiner, fir hire Spillbetrib an d’Trainingszäiten awer kënnen normal weiderzeféieren, um Thillebierg an um Stadion Terraine benotzen. Dofir, hei och e grousse Merci fir déi spontan Kooperatioun vum FC Déifferdeng 03, fir si déi Zäit do opzehuelen. Dësen Terrain soll duerno och allen aneren Déifferdenger Veräiner, mat Ofsprooch mat der Luna a mam Service des Sports, zur Verfügung gestallt ginn. Dat verstäerkt eis Sportsinfrastrukturen enorm, déi mer batter néideg hunn hei an der Gemeng. Dësen neien Terrain, an den Här Buergermeeschter huet et scho gesot, wier dee ganze Stolz vum Här Nardecchia Jean. Leider kann hien dat net méi mat erliewen. Hien, deen ëmmer fir seng Luna do war, seng Luna a seng Uewerkuerer Gare. Hie war ee vun deene Mën-

schen, deen de sozialen Aspekt an de Quartiersveräiner ëmmer héich gehalen huet. Et war en Zesummenhalt an deem Quartier, wat een och gesinn huet. A wa si eppes organiséiert hunn, war déi ganz Uewerkuerer Gare dobäi. An all Mënsch, och déi, déi net am Veräin engagéiert waren, hunn eng Hand mat ugepak. Besonnesch dat soziaalt Liewen ass an deem ganze Quartier, duerch dee Veräin, ëmmer héichgehale ginn. Ech wëll hei nëmmen nennen: d’Oktoberfest, d’Bärbelefeier, d’Buergbrennen an déi sëlleche Summerfester, déi iwwer d’Grenze vun eiser Gemeng ewech bekannt waren, an d’Leit dohinner gepilgert sinn. Wat zu engem Veräin gehéiert, ass jo dat soziaalt Liewen an engem Quartier. Mir als Schäfferot, an de Buergermeeschter huet et scho gesot, drécken hei eist Bäileed der Famill aus. Dee Mann ass vill ze vill fréi gestuerwen. Mir hätten en nach laang gebraucht! Wéi gesot, mir hoffen, datt déi Nei dat ënner deemselwechte Geescht weiderféieren, wéi den Här Nardecchia dat gemaach huet. An datt si dee Fändel do weider droen. An och déi Aspekter, déi fir hie wichteg waren, op der Uewerkuerer Gare, weider héich halen. Ech hoffen, léif Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, datt dir, souwéi ech och, dëse Projet mat wäert stëmmen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bertinelli. Här Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären, fir d’Éischt wëll ech mech emol de Wierder vum Buergermeeschter a vum Här Bertinelli uschléissen. An och am Numm vum der LSAP, der Famill

43

tiaires et les toilettes seront rénovés. Le ministère des Sports financera le projet à hauteur de 25 %. Entre-temps, le Luna et d’autres associations pourront utiliser des terrains au Thillenberg et au stade. Un merci dans ce contexte au FC Differdange 03. Le nouveau terrain pourra être utilisé par toutes les associations de Differdange en accord avec le Luna et le service des sports. Il viendra renforcer les infrastructures sportives de la ville. M. Jean Nardecchia aurait été fier de ce terrain, lui qui aimait tant le Luna et le quartier d’Oberkorn-gare. Il accordait de l’importance à l’aspect social du quartier et le quartier le lui rendait bien. L’échevin cite l’Oktoberfest, la Sainte-Barbe, la fête des Brandons, les fêtes estivales… Le collège échevinal présente ses condoléances à la famille. M. Nardecchia est mort beaucoup trop tôt. L’orateur espère que les nouveaux continueront à œuvrer dans le même état d’esprit que M. Nardecchia. Il demande au conseil communal de soutenir ce projet.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) s’associe aux paroles du bourgmestre et de M. Bertinelli et présente ses condoléances à la famille Nardecchia au nom du parti socialiste. Il est toujours tragique pour une association de perdre son président. Il reste à espérer que le Luna pourra se reprendre. Il était important que la commune réagisse. En effet, la FLF ne laissait pas le choix au Luna. Il fallait donc chercher des solutions pour soutenir le club. Le conseil communal dispose désormais d’un devis. Un million d’euros, c’est beaucoup. Mais Differdange a besoin d’infrastructures sportives. En plus, le nouveau terrain du Luna pourra être utilisé par toutes les associations de la commune. Le LSAP soutient le projet.


2. PROJETS COMMUNAUX ARTHUR WINTRINGER (DP) s’associe à son tour à ce qui vient d’être dit. Les démocrates souhaitent que les travaux débutent le plus rapidement possible et qu’ils soient réalisés comme il faut. Le conseiller communal suggère la création de gradins sur toute la longueur de la plateforme de trois mètres qui est prévue. Il faudrait aussi aménager une toiture pour protéger les spectateurs de la pluie. Le Luna a toujours organisé des fêtes bien fréquentées. Le club avait recours à une grande tente. Dorénavant, le terrain sera plus grand. Il n’y aura donc plus de place pour la tente. Et la buvette n’est pas assez grande pour accueillir une fête. L’orateur se dit qu’avec un peu de bonne volonté, il serait sans doute possible de trouver un emplacement pour une tente. Les vestiaires doivent être planifiés comme il faut, car ils constituent la carte d’identité d’un club vis-à-vis des arbitres et des équipes en déplacement. Il faut que le Luna dispose d’un beau terrain et que les équipes adverses aiment venir jouer à Differdange. Et cela, même s’il est question d’un petit club et d’une division inférieure. Des vestiaires pour les femmes arbitres ne seraient par exemple pas inintéressants. Arthur Wintringer suppose que l’on a pensé à l’accès pour les personnes en fauteuil roulant. Il présume que la clôture autour du terrain n’est pas prévue dans le devis. Dans le budget, 400 000 euros sont alloués à ce projet. Il en manque donc 681 612. Le collège échevinal compte-t-il terminer les travaux en 2016? Ce ne serait pas bien. Le DP approuvera ce devis. Arthur Wintringer demande cependant un devis comprenant tout le matériel et l’ensemble des travaux. Il voudrait que ceux-ci soient réalisés en une phase.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) a du mal à évoquer la mort de Jean Nardecchia en tant qu’instituteur du quartier. Il espère que sa famille, les membres du Luna et les habitants du quartier continueront à représenter fièrement ce quartier de mineurs au cours des prochaines décennies. Pour ce qui est du devis, il semble correct. Les éléments mentionnés par M. Wintringer devront être analysés. Mais le conseiller communal ne veut pas entrer dans les détails. Fränz Schwachtgen constate que le budget prévoit 500 000 euros pour ce projet en 2015. Or le devis se monte à plus d’un million. En outre, du côté des recettes extraordinaires, aucune rentrée d’argent n’est prévue, mais aujourd’hui, il est question d’un subside. Qu’en est-il?

vum Här Nardecchia natierlech eist häerzlecht Bäileed ausdrécken. Et ass ëmmer tragesch, wann e Veräin seng dreiwend Kraaft, säi President verléiert. Ma mer hoffen awer, dass dat d’Luna net ze vill wäert aus der Bunn geheien. Zum Projet selwer, wëll ech am Fong begréissen, dass d’Gemeng elo reagéiert. Well wéi hei gesot gouf, huet d’FLF der Luna e bëssen d’Messer op d’Broscht gesat. Da kann een dat net einfach ignoréieren an de Veräin sech selwer iwwerloossen. Da muss ee kucken, wéi eng Léisunge méiglech sinn. An den Devis, fir déi Léisungen ze fannen, fir déi Léisungen an d’Realitéit ëmzesetzen, hu mer haut hei virleien. Eng Millioun Euro ass natierlech e Batz Geld. Dat ass richteg. Mä wéi den Här Bertinelli och scho gesot huet, brauche mer hei an eiser Gemeng Infrastrukturen. A mat deenen Aarbechten, déi mer elo um Lunasterrain wäerten ufänken an iergendwann dann och hoffentlech geschwënn ofschléissen, schafe mer an eiser Gemeng eng weider flott Infrastruktur, déi am Sënn vun alle Veräiner wäert kënne genotzt ginn. Mir als LSAP wäerten dofir dëse Projet natierlech mat ënnerstëtzen. An ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.

Ech denken un d’Gradins, wou hei jo eng Plattform vun dräi Meter gemaach gëtt. Hei kéint ee jo direkt zwee bis dräi Träppleken — am Devis awer net virgesinn — iwwer d’ganz Längt maachen. Da géifen déi an der leschter Rei och eppes gesinn! Och kéint hei — am Devis och net virgesinn — fir d’Zuschauer direkt en Iwwerdaach matgemaach ginn, fir wann et reent. Ech denken iwwerdeem drun, dass eis Frënn vun der Luna ëmmer flott a gutt besicht Fester organiséiert hunn. Heifir hate si e grousst Zelt kaaft. Den Terrain gëtt elo ëm fënnef Meter no vir vergréissert. An da geet d’Zelt natierlech net méi dohinner. An där neier Buvette, passen déi Leit, déi an deem Zelt ëmmer waren, natierlech net dran, soudass een do keng esou Feiere kéint feieren. Um Plang géif ee mat guddem Wëllen bestëmmt eng Plaz fannen, wou een dëst Zelt spéiderhin nach kéint opriichten. Bei de Vestiairë soll ee sech gutt iwwerleeën, wat ee mécht. Well dës sinn d’Aushängeschëld vum Veräin vis-à-vis vun den Arbiteren an dem Gaascht, deen op Besuch ass. An et ass ëmmer gutt, wann dës Leit gären op Déifferdeng spille kommen an iwwer esou flott Fussballsterraine kënnen zielen. Och wann et nëmmen e klenge Veräin an enger ënneschter Divisioun ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Interessant wär zum Beispill e Vestiaire fir eis weiblech Arbiteren.

Merci Här Hobscheit. Här Wintringer Dir hutt d’Wuert w.e.gl.

Et gëtt hei eng Rampe nei gemaach. Ech denke jo, dass hei och un eis behënnert Zuschauer mat engem Rollstull an un e Gelänner an den Trape geduecht ginn ass.

ARTHUR WINTRINGER (DP): Här Buergermeeschter, Dir Häre Schäffen, léif Frënn aus dem Gemengerot, ech schléisse mech natierlech de Virriedner un. D’DP géif begréissen, wann d’Aarbechten esou schnell wéi méiglech géifen ugoen. Begréisse géife mer och, wann dës Aarbechten direkt anstänneg géife gemaach ginn.

44

Ech schwätzen elo net vun där Clôture, déi ronderëm den Terrain gemaach gëtt. Ech huelen un, dass dat am Devis wahrscheinlech net virgesinn ass. Am Budget 2015 si fir de Stade Jaminet 400.000 Euro gestëmmt ginn. Also feelen hei, wann ech dësen Devis kucken, 681.612 Euro, déi nach mussen nogestëmmt ginn,


2. PROJETS COMMUNAUX wann dës Aarbechten an enger Kéier — also nach dëst Joer — géife gemaach ginn. Ausser d’Aarbechte ginn dëst Joer net ganz ofgeschloss an an enger zweeter Phas d’nächst Joer weidergemaach. Wat esou net gutt wier. D’DP stëmmt dësen Devis a plangt natierlech gäre mat. Mir géifen et awer gutt fannen, wa mir nach en Devis iwwer dat net virgesinnt Material an déi ganz Aarbechten géife kréien. An de Schäfferot géif e Wee fannen, fir dass déi Aarbechten an enger Phas kéinten ofgeschloss ginn. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Schwachtgen.

Wintringer.

Här

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Dir Dammen an Dir Hären, ech mengen et fält mer och schwéier als Schoulmeeschter aus deem Quartier den Doud vum Nardecchias Jang hei mussen ze evoquéieren. De Jang a seng Famill hu ganz vill dozou bäigedroen, dass de Quartier vun der Uewerkuerer Gare nach lieft. An ech hoffen, dass seng Famill, déi hei präsent ass, an all déi Leit, déi ronderëm d’Luna Uewerkuer an d’Uewerkuerer Gare schaffen a wierken, och nach de Stolz vun deem Mineursquartier iwwer déi nächst Jorzéngte wäerte matdroen. Zum Devis an zum Projet, mengen ech ass net méi vill ze soen. Et schéngt mer alles an der Rei ze sinn. Den Här Wintringer hat e puer Detailer opgeworf. Déi wäert een natierlech analyséieren. De Schäfferot soll natierlech kucken, ob un alles geduecht ginn ass. Awer esou an den Detail wéilt ech elo net goen. Ech wollt just d’Incidence budgétaire vläicht beim Schäfferot nofroen. Mir hunn dëst Joer am Extraordinären nëmme 500.000 Euro leien. Den Devis geet jo awer

iwwer d’Millioun. Bei Recettes extraordinaires vum Ministère hu mer näischt ageplangt. Et gëtt awer elo gesot, dass mer Sue géife kréien. Ass dat sécher? Ass dat versprach? Maache mer e Plan pluriannuel fir d’Realisatioun? Jiddweree weess, dass déi Saach e bëssen drénglech ass. Do dernieft wëll ech awer drun erënneren, dass mer nach ëmmer dee berühmten Zwist, oder net méi Zwist, hunn. FC Déifferdeng, CSO, Luna, Utilisation future vun all eise Sportsterrainen. Ech wëll dem Schäfferot an dem Här Bertinelli noleeën, dee Ball net ofzeginn. Dass mer awer wierklech e sënnvollt Konzept fir d’Utilisatioun vun all eise Sportsinfrastrukturen an och de Fussballsterrainen an der Gemeng géife kréien. Nach eng aner Saach: dat hei ass jo elo kee risege Projet. Mer haten eis déi Fro och scho gestallt, ob mer net an Zukunft kënnen esou Projeten duerch eis eege Leit an eisem eegene Service technique realiséiere loossen? Well wann ech kucken, op déi Millioun erfalen 10%, plus TVA herno nach — dat sinn 100.000 Euro, wann ech dat gutt kann ausrechnen —, u Bureaux d’études. Wou dat hei awer elo kee risege Projet ass, wat mat Statik a mat hei a mat do ze dinn huet. En Insourcing vun esou Saache wier en Erspuernis fir d’Gemeng. Et wier en durabelen Job fir en Architekt oder fir e Büro op der Gemeng. An dat soll ee vläicht an Zukunft, bei esou Projeten, probéieren intern ze maachen. Ech weess net, wéi de Schäfferot dozou steet. Mä dat kéint awer emol eng Suggestioun sinn, déi hei vum Gemengerot u si geet. Wat ech net verstanen hunn, ass dee Contrôle spécial, deen an deem Devis vum Bureau d’études steet. Contrôle spécial. Et ass jo keng riseg Zomm, mä si mer do sécher, dass d’Gras herno wiisst? A si mer sécher, dass den Drainage richteg ass? Mer hate jo schonn emol esou Problemer op deem aneren Terrain. Kann do vläicht ee mer eng Erklärung ginn? Ech soen Iech Merci.

45

L’utilisation future des infrastructures sportives reste un point chaud. L’orateur demande au collège échevinal de ne pas relâcher l’attention afin de mettre sur pied un concept d’utilisation efficace. Ce projet n’est pas énorme. Les écologistes se sont donc demandé si de tels projets ne pourraient pas être réalisés par le service technique. En effet, 100 000 euros sont destinés aux bureaux d’études. Le backsourcing permettrait d’épargner de l’argent. Fränz Schwachtgen ne connaît pas la position du collège échevinal sur ce point, mais c’est la suggestion qu’il fait. Fränz Schwachtgen ne comprend pas ce que représente le contrôle spécial prévu dans le devis. En plus, est-on sûr que le drainage fonctionnera comme il faut? Car il y a eu des problèmes sur un autre terrain. Robert Mangen (CSV) présente ses condoléances à la famille Nardecchia. Le nombre élevé de clubs de football à Differdange entraîne un besoin important en infrastructures sportives. La mise en conformité du stade Jaminet est donc nécessaire bien que coûteuse. Il est vrai que les frais d’honoraires à hauteur de 10 % font mal. Ne pourrait-on pas réaliser ce type de projets en interne? Éventuellement avec le CIGL? Une convention avec celui-ci sera d’ailleurs signée tout à l’heure.


2. PROJETS COMMUNAUX ALI RUCKERT (KPL) est originaire de la rue des Mines, qui était souvent en guerre avec Oberkorn-Gare et soutenait davantage le CSO que le Luna. Mais les membres du Luna ont fait des sacrifices. Le Luna était une association de mineurs. Ils travaillaient dur et cherchaient un équilibre dans le sport. Aujourd’hui encore, le quartier s’appelle «Gare» bien qu’il n’y en ait plus. Le football y jouait une fonction sociale. Dans ce contexte, le conseiller communal tient à honorer la famille Nardecchia pour le chemin parcouru par le Luna malgré les difficultés. Il espère que l’histoire se perpétuera. C’est pourquoi il salue le projet prévu par la commune. C’est un projet important pour les enfants et les adolescents d’Oberkorn et du quartier de la gare. Le KPL le soutient. Comme M. Schwachtgen, Ali Ruckert se demande si on ne pourrait pas réaliser ces projets en interne. La main d’œuvre existe et elle pourrait montrer ce qu’elle sait faire. En plus, cela permettrait à la commune d’économiser de l’argent. Le DP a fait des suggestions. Ali Ruckert suppose que le collège échevinal a discuté avec les responsables du Luna pour connaître leurs besoins. Mais s’il reste des problèmes, il faudrait les prendre en considération. Il reste à saluer la volonté du Luna de mettre son terrain à disposition d’autres clubs de football. L’orateur profite de l’occasion pour demander où on en est avec le CSO. Certains membres de la majorité actuelle demandaient que le CSO puisse jouer au stade lorsqu’ils faisaient partie de l’opposition. Ont-ils changé d’avis?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Mangen, jo.

Schwachtgen.

Här

ROBERT MANGEN (CSV): Merci, Här Buergermeeschter. Mir schléissen ons och de Bäileed vun de Virriedner un der Famill Nardecchia un. Doduerch, datt ons Gemeng vill Fussballsveräiner huet, ass d’Demande u sportlechen Infrastrukture grouss. D’Mise en conformité vum flott-geleeëne Stade Jaminet zu Uewerkuer ass noutwendeg, och wann dee virleienden Devis finanziell wéi deet. An ech schléisse mech hei erëm de Wierder vu mengem Virriedner un. Déi 10% vun den Honorairen dinn och wéi bei esou engem Projet. Idem vun onser Säit aus, d’Demande, ob een dat net kéint an eegener Regie maachen? Eventuell hei souguer vum CIGL, wou mer haut jo erëm iwwer eng Konventioun ofstëmmen. Ob déi net kéinten an esou Projeten agebonne ginn? Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Mangen. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech kommen zwar aus der Rue des Mines. Do ware mer ëmmer zimlech am Krich mat der Gare, muss ech soen. Wou mer och méi zum CSO dann tendéiert hunn, wéi zur Luna. Mä ech wëll awer hei drun erënneren, wat fir eng Leeschtung an der Vergaangenheet vollbruecht ginn ass. Wat dacks vergiess gëtt! D’Luna war am Fong e Biergeraarbechterveräin. Déi Leit, déi, wa se schwéier geschafft haten, den Ausgläich beim Sport gesicht hunn. Do stoung de ganze Quartier Gare

46

derhannert, deen haut nach Quartier Gare heescht, obscho keng Gare méi do ass, mä nëmmen en Halt vun der CFL. Dat war eng wichteg sozial Funktioun, déi dee Fussball op der Gare hat. Ech wëll hei besonnesch déi würdeg Roll vun der Famill Nardecchia uschwätzen, ouni déi wahrscheinlech de Wee net hätt kéinten esou gemaach ginn, wéi d’Luna en trotzdeem gemaach huet. An et wär jo och ze hoffen, dass déi Geschicht elo kéint esou weider geschriwwe ginn. Dofir begréissen ech déi Initiativ vun der Gemeng, dass se déi Suen ausgëtt, fir dass deen Terrain ronderëm kann erneiert ginn. Dat ass wichteg fir d’Zukunft. Et ass wichteg fir d’Kanner a fir déi Jugendlech zu Uewerkuer an op der Gare. An dofir wäert ech, am Numm vun der Kommunistescher Partei, fir dee Projet stëmmen. Ech wollt awer am Fong déiselwecht Fro opwerfen, déi den Här Schwachtgen schonn ugeschnidden huet. Ob et net méiglech wär, bei esou Projeten op eege Kräften an der Gemengeverwaltung zréckgräifen. Éischtens sinn déi Leit do. Zweetens kéinte se sech do beweisen. An drëttens kéint een heibäi Suen eventuell spueren, wou een net nach bräicht esou e Projet erauszeginn, fir dass dee realiséiert gëtt. Et si vun der DP-Säit eng Rei Virschléi gemaach ginn. Ech ginn emol dervun aus, dass de Schäfferot, wéi dee Projet an d’Diskussioun komm ass, mat der Luna en long et en large doriwwer diskutéiert huet. Dass mat deene Leit geschwat ginn ass, wat de Besoin wär, wann deen Terrain géif erneiert ginn. Et wär awer gutt, wann nach deen een oder anere klenge Problem wär, dass ee sech dann och dorëms géif këmmeren. Dass mer wierklech, wann deen Terrain opgeet, e weidert Feld hunn. An et kann een et natierlech absolut begréissen, wann d’Luna bereet ass, dass deen Terrain zousätzlech fir aner Zwecker ka gebraucht ginn, souguer vun anere Fussballsveräiner.


2. PROJETS COMMUNAUX Schlussendlech wëll ech da vun der Geleeënheet profitéieren, wa mer scho vu Fussballsterraine schwätzen, fir ze froen, wéi dat mam CSO weidergeet? Et si jo elo Kolleegen an der Majoritéit, déi d’selwecht wéi d’Kommunistesch Partei virun e puer Joer gefuerdert hunn, den CSO misst och um Stadion kënne spillen. Ech wéilt awer elo wëssen, ob Der deenen Iddien, déi Der deemools hat, och trei bliwwe sidd? Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Här Diderich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Merci, Här Buergermeeschter, léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Gemengerot. Wann een als Leschte schwätzt, bleift engem wierklech net méi…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech ginn Iech d’Wuert dann d’nächste Kéier als Éischten.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): … vill ze soen. Ah Merci, da brauch ech net alles ze widderhuelen. Ech wäert net alles widderhuelen. Eis ass et och wichteg als déi Lénk Déifferdeng der Famill Nardecchia eist Bäileed auszeschwätzen. An einfach déi Roll ze würdegen, déi den Här Nardecchia assuméiert huet während Jore fir dee Veräin. Veräinsliewen ass eppes ganz Wichteges fir eis Gemeng. An esou engagéiert Leit brauche mer. Et ass e Verloscht fir de Quartier Gare a fir de Veräin. Et ass schonn alles gesot ginn, wéi wichteg esou e Veräin ass an och iwwer seng Geschicht. Ausserdeem fannen ech et wichteg, dass d’Gemeng dee Veräin, sou wéi aner Ver-

äiner och, wann déi méi grouss sinn, grad esou ënnerstëtzt. An domadder déi Aarbecht valoriséiert, déi dee Veräin a senger sozialer Fonctioun huet. Déi Froen, déi mir opwerfe wollten, sinn déi, wéi den Här Schwachtgen scho gesot huet, vum Insourcing, fir esou Pläng ze maachen. Dat ass dat eent. Dat anert ass dat mat der allgemenger Benotzung vun den Terrainen a wéi et mam CSO steet. Dass een erëm verschidde Matcher, virun allem d’Championnatsmatcher, um Stadion ka spillen. An da wollt ech nach d’Fro stellen, awéiwäit de CIGL bei esou Projeten – mir hu jo haut d’Konventioun mam CIGL — kann aktiv ginn? Well et si gréisser Aarbechten an awer och méi kleng Aarbechten derbäi. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Här Bürger.

PASCAL BÜRGER (DP): Ech wollt awer an deem Kader nach eng Kéier profitéieren, fir ze froen, ob iergendwann eng Kéier Gedanken opkomm sinn, anstatt e Gazon naturel en UEFA-konforme Synthi ze maachen? Ech mengen, fir ee Veräin, deen och mat de Jugendequippen drop spillt, gëtt dat natierlech méi deier. Mä en ass awer fir d’Zukunft besser notzbar. Zemools wann aner Veräiner nach solle vum Terrain profitéieren. An do ginn et jo mëttlerweil exzellent synthetesch Terrainen als Méiglechkeet. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Dat war da complémentaire. Ier ech dem Här Bertinelli d’Wuert ginn, fir verschidde Froen ze beäntweren, wëll ech soen, datt dat hei kee klenge Projet ass. Et ass e Projet wou mer bal 1,1 Millioun investéieren. Wa Leit dat als e

47

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) constate que lorsqu’on parle en dernier, il n’y a plus grand-chose à dire.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) promet de lui céder la parole en premier la prochaine fois.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) le remercie. Cela lui évitera de tout répéter. Déi Lénk présente ses condoléances à la famille Nardecchia. Les associations sont importantes pour la commune, qui a besoin de personnes engagées. Il a déjà été question du passé du Luna et de son importance. Le conseiller communal estime qu’il faut soutenir les associations qu’elles soient petites ou grandes et valoriser ainsi leur travail social. Tout comme M. Ruckert, Gary Diderich voudrait que le backsourcing soit pris en considération. Il demande également à ce que le CSO puisse jouer dans le stade, surtout quand il s’agit de rencontres de championnat. Le CIGL peut-il participer à la réalisation de ce type de projets? PASCAL BÜRGER (DP) demande si le collège échevinal a pris en considération l’utilisation de gazon synthétique conforme aux normes de l’UEFA au lieu de gazon naturel. Car il faut prendre en considération à la fois les coûts et l’utilisation. Et ce d’autant plus que d’autres clubs vont utiliser ce terrain.En tout cas, les possibilités existent, car désormais, les terrains synthétiques sont excellents.


2. PROJETS COMMUNAUX ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise que ce projet ne peut pas être considéré comme petit. En tant qu’échevin aux finances, il constate que 1,1 million d’euros vont être investis. En plus, les premiers devis se montaient à 1,5 million. M. Bertinelli a bien entendu discuté avec les responsables du Luna. Et il est clair que dans ces cas, les souhaits sont toujours nombreux. Mais il faut aussi penser aux frais. Le bourgmestre comprend que l’on veuille toujours plus, à condition que l’on dise aussi d’où proviendra l’argent.

ALI RUCKERT (KPL) a une réponse à cette

„klenge Projet“ gesinn, gesinn ech dat, op alle Fall als Finanzschäffen, net esou. Ech gesinn och, datt déi éischt Devisen, déi mer kritt hunn, bei annerhallef Millioun loungen. Natierlech souzen den Här Bertinelli an d’Responsabel vun der Luna zesummen. An dann huet een ëmmer ganz grouss Wënsch. Mä mäi Wonsch ass och eis d’Keess am A ze behalen.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Da muss een derbäi soen: Wann ee méi wëll, muss ee jo déi aner Säit kucke goen, wou een déi Suen dann och hierhëlt. Ech hu kee Problem dermat, wann ee seet, „mir wëllen dat an dat nach“, mä da muss ee mer awer soen, wou een déi Suen enzwousch aneschters géif ewechhuelen. Ech mengen, et ass näischt Neies.

signale que cet argent doit être investi dans le logement. Ali Ruckert propose-t-il autre chose?

ALI RUCKERT (KPL):

question.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) lui rétorque qu’il n’a pas la parole.

ALI RUCKERT (KPL) rappelle que l’impôt commercial a augmenté de 1,2 million en 2014.

ALI RUCKERT (KPL) est d’accord s’il s’agit de logements sociaux.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Däerf ech Iech dat direkt soen, Här Buergermeeschter?

confirme qu’il s’agira de logements abordables. Le bourgmestre ajoute que le réaménagement prévu permettra d’autres travaux à l’avenir. Le collège échevinal a décidé d’investir 1,1 million dans un club de football. C’est beaucoup. Pour réaliser de tels projets en interne, il faut plus de personnel, car le service technique est déjà surchargé de travail. La commune est en train de recruter. Il en sera question tout à l’heure dans l’organigramme. Mais le principe est clair: si l’on veut faire plus, il faut plus de personnes.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

FRED BERTINELLI (LSAP) revient sur les

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

questions posées par le conseil communal. La fédération de football ne voulait plus accorder d’autorisation pour le terrain. Le collège échevinal a donc prévu des dépenses pour ce projet en 2015 et 2016. Dans la pratique, il recherche cependant des entreprises souhaitant réaliser le projet en une fois avec un paiement échelonné sur deux ans. Un club de football ne peut se permettre deux grands chantiers. L’appel d’offres sera rédigé en conséquence. Cela ne devrait pas poser de problèmes.

Neen, et ass u mir. Ech hunn Iech virdrun d’Wuert ginn.

ALI RUCKERT (KPL): 2014 kritt Der 1,2 Milliounen Euro méi Gewerbesteier era vum Stat, déi net ageplangt waren. Do géift Der schonn e Stéck dervu fannen.

Här Ruckert, do wollte mer an d’Wunnengen investéieren. Solle mer dat dann net maachen?

ALI RUCKERT (KPL): Wann et Sozialwunnenge sinn, sinn ech d’accord.

48

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Et ginn och bezuelbar Wunnengen, Här Ruckert. Ech wëll just soen, datt mer natierlech déi Ëmbauten esou wäerte maachen, datt alles wat hei gefrot gëtt, an Zukunft nach méiglech ass ze realiséieren. Ech wëll nach derbäifügen, datt déi hei Majoritéit decidéiert huet 1,1 Millioun an e Fussballsveräin ze investéieren. A fir mech sinn dat ganz vill Suen. Déi si wichteg. Dofir muss een dann och kucken, wat een déi Joren duerno mécht. An Eegeregie kënne ganz vill Leit Saache maachen. Mä da misste mer awer nach e puer Leit astellen, well eis Leit um zweete Stack op der Felg lafen. Dat wäert der duerno am Organigramm gesinn. Mir sinn amgaangen, déi eng oder déi aner Plaz opzestocken. Mir kënnen nach vill maachen, mä dofir brauche mer Leit. Dann ass dat dee Moment méiglech. Do kommen ech herno am Organigramm méi am Detail drop zréck. An da géif ech dem Här Bertinelli d’Wuert ginn.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Do si verschidde Froe gestallt ginn. Ech hat jo a mengem Virlaf gesot, datt d’Fussballfederatioun keng Spillgenehmegung méi wollt ginn, fir op deem Terrain ze spillen, soudatt mer gefuerdert waren als Gemeng. Wéi den Här Buergermeeschter et schonn erwähnt huet, hu mer déi Zomm dra gesat fir de Budget 2015 an 2016. Mir schreiwen awer aus fir d’Entreprisen, déi dorun interesséiert sinn, fir dee ganze Projet an enger Kéier ze maachen, mä fir en Deel 2015 bezuelt ze kréien an en Deel 2016 bezuelt ze kréien. Mir wëssen och, datt e Fussballsveräin muss lafen an datt een do net zweemol all Joer e grousse Schantje kann ufänken. Mä mir wäerten et esou ausschreiwen, datt déi Entreprise, déi dee Projet wëll


2. PROJETS COMMUNAUX maachen, a wa se domadder d’accord ass, en Deel 2016 bezuelt kritt. Esou schreiwe mer dat aus. A mir hunn dat bei eise Beamten um zweete Stack nogefrot. Dat schéngt kee Problem ze sinn. Wat déi aner Saachen uginn, hu mer eis hei wierklech vill Méi ginn. Ech muss iech soen, mir hu vill gestridden, fir dee Projet duerchzekréien. Well mir och Schoulen a Crèchen ze maachen hunn, déi net onwichteg sinn. Wa mer keng Schoulen oder Crèchen hätten, wou mer d’Kanner kéinten hischécken, wär dat net gutt. Sport ass och wichteg, do ginn ech Iech recht, mä wéi gesot muss een awer Prioritéite setzen. Hei hu mer eis onmoosseg gediebelt a gebéit, fir dat heiten ze maachen. Wéi den Här Buergermeeschter gesot huet, war den initiale Projet 1,5 Milliounen. Hei hu mer just l’utile et le nécessaire, vun deem wat gebraucht gëtt, wat néideg ass a wat ee kann norüsten. Elo hu mer den Terrain nei gemaach. Et ass wichteg, datt d’Luna ka Fussball spillen, datt se propper Duschen a Vestiairen hunn. An datt se och eng Plaz hunn, wou se kënne bleiwen. Esou wéi mir d’Moosse geholl hunn, Här Wintringer, kënnt dat Zelt nach ëmmer dohinner stoen. Mir sinn dee Wee — déi fënnef Meter — gefuer, well mer déi aner Säit an enger Zone verte leien. Do hätt soss missen dee ganzen Terrain vun deene Wisen hannendrun ëmklasséiert ginn. Dat war net méiglech. Eleng schonn duerch d’FLF, well d’Luna keng Spillgenehmegung méi kritt huet. Do ware mer an engem Zäitdrock. A mir hu misse reagéieren. Dat dozou. Wéi mer deen Terrain elo aménagéieren, kritt d’Luna en neien Terrain, wou se kënne Futtball spillen. Si kréie propper Duschen, si kréien eng Buvette, si kréien déi Trapen, wéi Der gesot hutt, wou de Gradin ass. An all dat anert kann een iwwer déi nächst Joren, lues a lues, norüsten.

Mä hei hu mer e Spagat gemaach als Schäfferot vu Saachen, déi net am Budget virgesi waren. Wou mer hei wierklech probéiert hunn, engem Veräin entgéintzekommen, deen an enger Noutsituatioun war. An ech fannen, mir hunn hei duerchaus dat Bescht draus gemaach.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bertinelli. Et soll een d’Beliichtung net vergiessen. Ech wëll soen, datt iwwer déi Fro vum Fussball scho vill, vill Joren diskutéiert gëtt. An endlech gëtt hei eppes gemaach. Da war och d’Fro, firwat déi 250.000 Euro net am Budget stinn. Dat ass well mer do nach keng schrëftlech Confirmatioun hunn. Ech wëll net als responsabele Finanzschäffen eppes an de Budget schreiwen, wann ech et net schwaarz op wäiss hunn. Esou verfueren ech doheem an esou verfueren ech och hei op der Gemeng. Ech schaffe just mat deene Suen, déi ech kann ausginn.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Entschëllegt, ech hat vergiess op déi Fro vum CSO ze äntweren. Wéi Der wësst, war virgesi fir zwee Veräiner do spillen ze loossen. Den Terrain kascht 1.080.000 Euro. Den neie Stadion hat eis bal 25 Millioune kascht, wat jo och enorm war. Awer et war fir zwee Veräiner. Do hat den deemolege Schäfferot d’Averständnis ginn. Am Ufank waren immens vill Problemer opkomm mam Terrain. Deen Terrain war fir déi éischt Équipe bal net bespillbar. Dir hutt jo héieren, datt mer dräi- oder véiermol hu missen den Drainage changéieren. Och elo, wann Der e kuckt — hei sëtze Leit, déi den Terrain genau kennen — hu mer de Problem nach net honnertprozenteg geléist. Esou datt mer dem CSO elo de Moment all Méiglechkeet ginn hunn.

49

Bien entendu, il n’a pas été facile d’approuver ce projet, car il faut aussi construire des écoles et des crèches. Le sport est important, mais il faut fixer des priorités. Le budget initial se montait à 1,5 million d’euros. Il ne reste que le nécessaire. Le Luna disposera d’un nouveau terrain et de douches et de vestiaires propres. Il reste de la place pour la tente dont a parlé M. Wintringer. Mais il a fallu agrandir le terrain d’un côté précis, car de l’autre côté se trouve une zone verte et le collège échevinal manquait de temps pour reclasser les terrains. Le Luna obtient un terrain, des douches, une buvette et des gradins. Le reste pourra être réalisé plus tard. Ici, il s’agissait avant tout d’aider un club en difficulté. Fred Bertinelli estime avoir fait le maximum.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute que l’éclairage sera aussi refait. Il rappelle qu’il a souvent été question du football au cours des dernières années et que finalement quelque chose est fait. Quelqu’un a mentionné les 250 000 euros ne figurant pas dans le dossier. C’est parce qu’il manque la confirmation du subside. En tant que responsable des finances, le bourgmestre ne veut pas inscrire une somme dont il n’est pas certain.

FRED BERTINELLI (LSAP) revient sur la question du CSO. Le terrain coûte 1 080 000 d’euros, alors que le stade a coûté 25 millions. Ceux qui connaissent le terrain savent qu’il a connu des problèmes de drainage qui ne sont pas encore entièrement résolus. Le CSO aurait pu obtenir une plage à Niederkorn et au Thillenberg. La commune est en train de refaire les vestiaires et le terrain synthétique au Fousbann. Par ailleurs, le CSO devait jouer au stade et dès que des plages seront disponibles, ce sera le cas. Il y a beaucoup d’enfants jouant au football. Differdange compte 500 enfants licenciés, le CSO quelque 280 et Niederkorn 320. À partir d’un certain moment, une commune ne peut pas faire davantage et c’est aux clubs de s’entendre entre eux. Differdange compte 6 ou 7 stades. C’est fou, surtout quand on pense que les gens d’Oberkorn-gare ont construit eux-mêmes leur terrain. En tous les cas, le collège échevinal recherche une solution. Il reste à ajouter que de nombreuses équipes de jeunes du FC Differdange ont joué sur le terrain du Luna.


2. PROJETS COMMUNAUX Mais des plages devraient se libérer et le stade pourra accueillir ainsi plus de rencontres.

ARTHUR WINTRINGER (DP) souhaiterait une réponse synthétique.

concernant

le

terrain

FRED BERTINELLI (LSAP) répond que le terrain synthétique du Woiwer est à bout. Le collège échevinal a déjà demandé des devis. On en trouve de toutes les qualités, de la Rolls-Royce à la Fiat 500. Il existe aussi des terrains mixtes, qui sont d’ailleurs utilisés dans les championnats professionnels. Mais ils sont particulièrement chers. Et l’échevin est toujours inquiet lorsqu’il doit demander des infrastructures sportives au bourgmestre. Celui-ci préfère construire des écoles et des crèches. Le collège échevinal fait ce qu’il peut pour le sport.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que Differdange compte douze terrains pour 24 260 habitants. Il devrait donc être possible de permettre aux jeunes de jouer dans de bonnes conditions. Mais c’est aux clubs de se répartir ces terrains. Il ne se peut pas qu’un club jouisse à lui seul d’un terrain. La commune recherche des solutions dans le cadre des associations et dans celui des maisons relais. Elle veillera aussi à ce que chaque club de football dispose d’un terrain adéquat, quelles que soient les couleurs du maillot. Le bourgmestre précise que le stade a coûté 14 millions. Il ne faut pas mélanger le stade, le parc de stationnement et tout le reste. (Vote)

Mir waren op Nidderkuer, wou se hätte kënnen eng Plage kréien, fir ze trainéieren, an um Thillebierg. Am Moment si mer amgaangen, d’Vestiairen nei ze maachen, souwéi de syntheteschen Terrain um Fousbann, well deen och net méi laang wäert duerhalen. Dat ass net vergiess. Ech mengen, et war ëmmer esou, datt Uewerkuer op de Stadion spille sollt kommen. A soubal wéi mer och d’Plagen hunn, wäert dat de Fall sinn. Well et muss een och kucken, wéi et verleeft mat de Kanner, déi an deene Veräiner spillen. Wann een elo den FC Déifferdeng hëlt mat 500 Kanner, déi Lizenzen hunn, ass dat enorm. Den CSO mat 270, 280. Nidderkuer mat 320. Dat si vill Leit, déi hei an der Gemeng Fussball spillen. Mir mussen och ee Moment soen: elo musst der iech eens ginn, well mir net méi kënne maachen. Sicht mer eng aner Gemeng hei am Land, déi sechs oder siwe Fussballstadionen huet, wou ee ka spillen. Dat ass scho bal verréckt. Wéi gesot, wann een dann erëm drop zréckkënnt, datt d’Leit vun der Gare 500 Tonne Buedem gekippt hunn, fir selwer hire Sport kënnen ze maachen, gëtt dat vläicht eng Relatioun hier a wat fir enger Situatioun, datt mer elo hei sinn. An dofir wëll ech soen, datt dat net vergiess ass. Mir schaffen nach dorun. Soubal mer eng Méiglechkeet hunn, wäerte mer dat maachen. Mat der Luna kréie mer e bëssen déiselwecht Situatioun, well d’Luna eng Entente mam FC Déifferdeng huet an och scho vill Jugendéquippe vum FC Déifferdeng op der Luna gespillt hunn. Dat wäert herno dann nach besser ginn. Soudatt mer erëm Plagë wäerte fräi kréien, fir och um Stadion deen een oder deen anere Match méi kënnen ze spillen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bertinelli.

50

ARTHUR WINTRINGER (DP): Kann ech vläicht just eng Äntwert kréie par rapport zum syntheteschen Terrain?

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Wéi gesot, de syntheteschen Terrain um Woiwer ass platt. Deen ass esou gutt ewéi um Enn. Fir e syntheteschen Terrain, hu mer scho Präisser ugefrot. Eis Leit um zweete Stack sinn amgaangen, dat ze kucken. Do kritt een alles, vun der Rolls Royce bis zum Fiat 500. Et kritt ee souguer Terrainen, déi hallef synthetesch an hallef Wuess sinn, wéi de Moment d’professionell Ligaen drop spillen. Mä dat ass en enorme Käschtepunkt. An ech fäerten ëmmer bei den Här Buergermeeschter ze goen, wann ech eng nei Sportsinfrastruktur wëll. Da seet deen zu mir: „Mir mussen eng Schoul bauen“. Oder: „Mir mussen eng Crèche bauen“. Wéi gesot, mir sinn amgaangen, dat ze kucken. Mir maachen eis beschtméiglech fir de Sport, mir maache wat mer kënnen. Mä mir hunn och nach aner Prioritéiten.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir hu bal zwielef Terrainen, wann ech mech elo net verzielt hunn. Mir sinn eng Stad vu 24.260 Awunner. Mir mussen et awer fäerdeg bréngen, op zwielef Fussballsterrainen, deene Jugendlechen an de Kanner, adequat Fussball-Konditiounen ze ginn. An da muss jiddweree sech erëm eng Kéier ronderëm den Dësch sëtzen a kucken, wéi een dat am beschten opdeelt. Et kann net méi sinn, datt ee Veräin eleng en Terrain zur Verfügung huet. Et ass op alle Fall dat, wat déi nächst Jore virgesinn ass. Här Ruckert, mir hunn net vergiess, wat virdru gesot ginn ass. Mir mussen eis zesummesëtzen. Mir kucken dat alles. Mir hunn dat mat de Veräiner gekuckt. Mir kucken dat an de Maisons relais. Da muss een et awer


2. PROJETS COMMUNAUX / 3. ACTES ET CONVENTIONS och fäerdeg bréngen, datt wa Fussball gespillt gëtt, egal wéi een Trikot een unhuet, awer op engem anstännegen Terrain ka Fussball spillen. Da wëll ech nach just eng kleng Korrektur maachen: de Stadion huet 14 Millioune kascht. Net datt dat elo mam Parkhaus an alles zesummen vermëscht gëtt an datt herno gekuckt gëtt, wéivill dat pro Spiller kascht huet. Ech wëll just d’Relatioun richteg stellen. An da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le devis et les plans relatifs au stade de football Jaminet à Oberkorn.

Da komme mer bei en Dossier, dee scho laang schleeft. Do huet den Här Hoffmann mam Här Liesch schonn dru geschafft. An elo ass et den Här Liesch mam Här Ulveling. Den Här Ulveling huet awer gesot, well den Här Liesch schonn esou laang dru schafft, dierft hien dann och erklären, ëm wat et genau geet. Et geet ëm de Bësch-Kierfecht. Här Liesch.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Merci, Här Buergermeeschter. Effektiv ass et en Dossier, un deem mer scho laang schaffen. Säit der leschter Legislatur stoung am Koalitiounsprogramm dran, dass mer hei zu Déifferdeng e Bësch-Kierfecht wéilten amenagéieren. Ugefaange mat der Sich no engem gëeegente Bësch. Wou et jo kee Geheimnis ass, dass d’Forstverwaltung eng Preferenz hat fir Eech-Bëscher, déi awer an eise Géigende plutôt rar sinn. Mir hunn dann awer elo en Terrain fonnt. Wéi mer den Terrain bis fonnt haten — deen awer dunn op Statsterrain louch — ware mer eis relativ schnell eens mam Stat, dass mer an eng Procédure d’échange kéinte

goen. Dat heescht mat hinnen deen Terrain tauschen, fir dass deen a Gemengenhand iwwergeet. Bis dohinner war et einfach. An dunn ass et awer lass gaangen. De Mesurage vum Terrain huet vill Zäit beasprocht, well d’Marken net méi konnten all erëmfonnt ginn. Dann déi ganz Démarche procédurale, déi hannendrun houng, well all Proprietaire huet missten ëm säin Accord gefrot ginn. Ech wëll iech hei net opzielen, wéivill Telefonen a wéivill Schelle mer hu mussen drécke goen, bis mer déi Lëscht zesummen haten. Ech froe mech, wéi d’Privatleit dat géife maachen, wa se haut en Terrain tausche wéilten an déi doten Obligatioune missten erfëllen, déi mir hei hu mussen duerchlafen. Mir hunn et elo gepackt. All Ënnerschrëft ware mer sichen, egal wéi wäit et war. Mir hunn also elo en Terrain vun 1,3 ha, dee mer mam Stat tauschen. Mir geheien en Terrain an d’Dëppen, dee mer an der Géigend vum Fransousekräiz hunn. Dir kennt dee vläicht. Et ass, wann een a Richtung Fransousekräiz fiert, wann een do riicht aus fueren géif. Da rennt een direkt an deen Terrain „Auf Schilzengrund“. An en Contrepartie kréie mer vum Stat genau déiselwecht Superficie. En Terrain, e Bësch, deen eventuell e bëssen an zweeter Rei läit, mä dat ass ganz gutt esou. An zwar direkt hannert eisem nei amenagéierte Beien-Hotel. Fir déi, déi vläicht nach net d’Geleeënheet haten, dohinner kucken ze goen, wann der op den Nidderkuerer Bierg fuert, op deen neie Parking écologique, just ier et erofgeet an de Fond-de-Gras, geet et vis-à-vis eran. Do ass eng flott gréng Parzell, wou mer jo e Beien-Hotel amenagéiert hunn. Och nach e Bongert. Zum Deel si flott Beem dran. Et geet een duerch déi Parzell. An do kënnt een dann hannen an e Bësch. Dat ass deen neie Bësch-Kierfecht, dee mer zu Déifferdeng geschwë wäerten opmaachen. Mir hunn och en Optrag erausgi fir op där Wiss e Chalet aus Holz opzeriichten. An zwar huet deen

51

Roberto Traversini passe à un dossier dont se sont occupés M. Hoffmann et M. Liesch à l’origine, puis M. Ulveling et M. Liesch. Il s’agit du cimetière en forêt.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) rappelle que dès la période de législature précédente, un cimetière en forêt figurait dans le programme de coalition. Il a fallu trouver une forêt. L’Administration des eaux et forêts avait une préférence pour les forêts de chênes, qui sont rares dans la région. Le terrain retenu finalement appartient à l’État. Il a donc été décidé de procéder à un échange. Les premiers problèmes sont survenus lors des mesures du terrain, car il n’a pas été possible de retrouver toutes les marques. Ensuite, chaque propriétaire a dû donner son accord, ce qui n’a pas été facile. L’échevin se demande d’ailleurs comment une personne privée pourrait accomplir ce type de tâche. Finalement, le collège échevinal a rassemblé toutes les signatures nécessaires. Le terrain cédé à l’État se trouve près du «Fransousekräiz» et s’appelle «Auf Schilzengrund». Il fait 1,3 ha. En contrepartie, la commune reçoit un terrain de même superficie. Celui-ci se trouve derrière l’hôtel pour abeilles sur la colline de Niederkorn, près du parc de stationnement écologique vis-àvis de la descente vers le Fond-de-Gras. Il y a aussi un verger à proximité. Et derrière se trouve une forêt. Un chalet recouvrant une double fonction sera aménagé sur la prairie. Il servira d’abri à la fois aux classes scolaires visitant l’hôtel pour abeilles et lors des cérémonies dans le cimetière lorsqu’il pleut. Il sera aménagé au cours des prochaines semaines. Grâce au parking écologique, les familles des personnes enterrées sur le site disposeront de places de stationnement. Comme la forêt ne jouxte pas directement la route, elle est idéalement située. L’endroit est paisible. Les conseillers qui ne le connaissent pas devraient s’y rendre un dimanche. Un nouveau règlement est aussi en train d’être développé. M. Ulveling le présentera dès qu’il sera prêt. Le cimetière sera à caractère régional. En effet, l’Administration de l’environnement ne souhaite pas que chaque village ait son propre cimetière. Des habitants d’autres communes pourront donc être enterrés à Differdange. Il n’y a pas beaucoup de cimetières de la sorte au Luxembourg. En fait, il n’est pas correct de parler d’enterrements, puisqu’il est destiné aux personnes incinérées.


3. ACTES ET CONVENTIONS Comme il s’agit d’une zone verte, on ne pourra pas y déposer d’urnes. Mais les cendres seront répandues près d’un arbre. Il sera possible d’acheter ou de louer un emplacement ou tout un arbre. Tout cela sera fixé dans le règlement y relatif. Georges Liesch se réjouit que ce projet avance enfin. Le collège échevinal présentera le règlement dans une des prochaines séances du conseil communal. Les citoyens pourront donc enfin profiter d’un cimetière en forêt.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) constate que M. Liesch vient de dresser un historique. Il rappelle qu’à Betzdorf, tout a commencé il y a des années avec Adri van Westerop, qui était très active dans la scène écologique luxembourgeoise. Désormais, le projet avance et les premières incinérations pourront bientôt avoir lieu. Les cimetières en forêt sont de mieux en mieux acceptés, y compris chez les jeunes. Il arrive que de jeunes gens meurent et on a souvent posé la question d’un cimetière en forêt au conseiller communal. Certaines personnes créent des polémiques. Mais il s’agit d’un sujet grave et il faut revenir à l’essentiel de la vie et de la mort. (Vote)

eng duebel Funktioun: éischtens wäert dee Chalet et erméiglechen, fir eis Schoulklassen, déi an de Beien-Hotel ginn, en Ënnerdaach ze fannen, falls et emol eng Kéier schlecht Wieder wär, wa se bis do uewen um Bierg sinn. An déi zweet Funktioun ass natierlech och, wa mer déiselwecht Situatioun op enger Zeremonie um Bësch-Kierfecht hunn, an et wär emol eng Kéier schlecht Wieder – wat jo awer bei eis virkënnt – hätt een do och en adequaten Ënnerdaach just bei der Entrée. De Chalet wäert an deenen nächste Wochen opgeriicht ginn. Wann der e bis kucke gitt, wäert der dat kënne feststellen. De Kierfecht läit natierlech flott. Direkt beim Parking écologique, déi aner Säit. Fir d’Famille vu Leit, déi do wëlle begruewe ginn, si Parkméiglechkeete virgesinn. De Bësch läit an zweeter Rei, soudass een awer net op der Strooss ass. Et ass wierklech e ganz rouegen Eck. Gitt iech dat roueg eng Kéier sonndes mëttes ukucken. Dat ass eng ganz digne Plaz, fir esou e Bësch-Kierfecht ze maachen. Parallel hu mer natierlech déi Zäit genotzt, déi mer gebraucht hunn, fir all déi Ënnerschrëften ze fannen, fir am Etat civil do ënnen un engem neie Reglement ze schaffen. Wann dat bis fäerdeg ass, wäert den Här Ulveling iech dat presentéieren. Mir brauche jo net nëmmen en Terrain, mä och, fir déi ganz Saach un d’Rullen ze kréien, e Reglement mat Taxen-Upassungen. Do wäerte mer nach eng Kéier dermat an de Gemengerot kommen, fir hei virzestellen, wéi dat funktionéiert. Dëse Bësch-Kierfecht huet souguer e regionale Charakter. Dat war eng Doléance vun der Naturverwaltung. Si wollten net onbedéngt hunn, dass all Stad oder all Duerf säin eegene Bësch-Kierfecht huet, mä dass een dat awer e bësse regional gesäit. Dat hu mer hei fäerdeg bruecht. Mir wäerten also och net-Déifferdenger Leit hei an dësem Bësch-Kierfecht begruewe kënnen. Wann ech begruewe soen, wëll ech just preziséieren, fir Leit, déi nach net op engem Bësch-Kier-

52

fecht waren, datt et der net esou terribel vill hei am Land gëtt. Do ginn natierlech keng Leit einfach esou begruewen, mä nëmme Leit, déi ageäschert goufen. D’Äsche kënne verstreet ginn. Et kënnen natierlech keng Saachen deposéiert ginn. Dat heescht, et ka keng Urn oder wat och ëmmer dohigestallt ginn, well mir awer an der Zone verte sinn. Déi Äsche kënne just verstreet gi bei engem Bam. Wou d’Leit sech dann entweder en Emplacement wäerte kafen oder lounen, respektiv e ganze Bam. Dat gesi mer dann am Reglement, wa mer dat hei virgestallt hunn. Ech sinn op jidde Fall frou, dass mer deen éischte Schratt kënne maachen. An dann, hoffentlech am nächsten oder iwwernächste Gemengerot, d’Reglement hei presentéieren, fir dann endlech de Bierger den Accès zum Bësch-Kierfecht ze garantéieren. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Liesch. Schwachtgen.

Den

Här

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech wollt ganz kuerz eppes dozou soen. Den Här Liesch huet schonn e bëssen den Historique gemaach. Zu Betzder huet déi Saach ugefaange viru Jore mam Adri van Westerop, déi ganz bekannt hei am Land ass, an och an der Ëmweltzeen ganz aktiv war. Ech si frou, dass mer no eiser éischter Visite, déi mer mat der Ëmweltkommissioun haten, an deem Dossier definitiv virukomm sinn. An dass mer iergendwann derzou kommen, déi éischt Anäscherungen kënnen ze maachen. Ech hu mech ëmfrot. D’Akzeptanz vun engem Bësch-Kierfecht gëtt ëmmer méi grouss, och bei méi jonke Leit. Leider kënnt et jo vir, dass jonk Leit aus dem Liewe gerappt ginn. An et sinn e ganze Koup Leit, déi da soen «Wéi ass et


3. ACTES ET CONVENTIONS mat Ärem Déifferdenger Bësch-Kierfecht? Geet dat virun? Wéi ass eis Méiglechkeet an Zukunft, wann een dorunner kann denken, fir do eng Kéier ageäschert ze ginn?» Iwwerdeem gëtt et vill Leit, déi Polemik iwwer dat Thema maachen. Mä wann een an där eeschter Situatioun ass, fält déi Polemik ewech an et kënnt een op dat wierklech Essentiellt vum Liewen a vum Stierwen zeréck. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver l’acte d’échange avec l’État portant sur des surfaces boisées à Niederkorn.

Da géife mer beim Punkt 3 de B huelen. Dat ass e Contrat de bail. Gott sei Dank war dat Aalt Stadhaus just fir e puer Wochen zou. Dir wësst, datt do de Proprietaire gewiesselt huet. Den Här Ulveling seet eis elo, wat do leeft.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, wéi der wësst, huet deen ale Pächter vun där Brasserie eis Enn dës Joers gekënnegt. Hie konnt dat net méi weiderféieren. An do hate mer en Opruff gemaach. Et hate sech eng zéng Leit gemellt. Den Här Liesch an ech selwer hunn eis eng Kéier samschdes dohinner gesat a mir hunn déi meescht vun deene Leit, déi eis konvenéiert hunn, ugekuckt. Mir hunn am Fong ee gesicht, wou mer geduecht hunn, dass deem seng Iddie gutt doranner géife passen, respektiv et eng Complémentaritéit wier zu deem, wat hei zu Déifferdeng scho géif bestoen. An doropshin hu mer dann déi zwou

Dammen, déi dat elo exploitéieren, erausgesicht. Zënter dem 31. Dezember war kee méi dran. An dofir wëll ech der Madame Lydia Macri villmools Merci soen, dass si sech kuerzfristeg bereet erkläert huet, dës Brasserie während zwee Méint weiderzeféieren. Et war d’Meenung vum Schäfferot, dass et net sollt zou sinn, well dat ëmmer schlecht ass. Wa bis eppes zou ass, geet eppes verluer an da muss deen, deen dat iwwerhëlt, erëm vun Null ufänken. Dofir sinn ech der Madame ganz dankbar, déi dat wierklech mat Häerz a Séil während zwee Méint gemaach huet. An ech mengen och zur voller Zefriddenheet vu jidderengem, deen dohinner gaangen ass. Wann der de Kontrakt kuckt, gesitt der, dass par rapport zu deem viregte Kontrakt net vill geännert huet. Et hu kleng Ännerunge stattfonnt. Ech gi ganz kuerz drop an. Mir hunn drop bestanen, dass deen neie Pächter eng Kautioun hannerloosse sollt vun zwee Loyeren. Well mer elo feststellen, nodeems deen ale Pächter fort ass, datt et awer relativ vill Problemer mat Saache sinn, déi feelen, déi net méi do sinn, déi verluer gaange sinn. An da muss een ufänke mat de Leit ze streiden. Mä an dësem Fall, hu mer do e bësse méi eng liicht Handhab. Dofir hu mer dat och dra gesat, dass mer déi Kautioun gär hätten. Mir wäerten dat och an Zukunft e bësse méi serieux maachen, wéi et an der Zäit gemaach ginn ass. Mir wäerten en Inventaire virdrun an och ee wann de Pächter erausgeet maachen, soudass keng Méiglechkeet do ass fir Diskussiounen. Dat, wat e vun eis dohinner gestallt kritt huet, musse mer herno och erëm an engem normalen Zoustand erëmfannen. Dir gesitt, dass sech de Loyer mensuel op 1.420 Euro beleeft. Déi 1.420 Euro beinhalten d’Frais de chauffage. Dorop kommen ech vläicht herno nach zeréck. Doniewent muss déi Persoun eis 0,25 Euro pro Entrée bezuelen, déi an enger offizieller Manifestatioun un d’Stad-

53

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à un contrat de bail. Le propriétaire de la brasserie de l’Aalt Stadhaus a changé.

TOM ULVELING (CSV) rappelle que l’ancien locataire de la brasserie a résilié le contrat en fin d’année. Un appel à candidatures a été lancé et dix personnes ont répondu. L’orateur et M. Liesch ont rencontré la plupart de ces personnes un samedi. Il s’agissait notamment de créer une complémentarité par rapport à ce qui existe déjà à Differdange. Finalement, les échevins ont choisi deux dames. Depuis le 31 décembre, le local n’était plus occupé. Tom Ulveling remercie Mme Lydia Macri d’avoir exploité la brasserie pendant deux mois afin d’éviter une fermeture temporaire. Elle s’est réellement engagée dans ce travail à la grande satisfaction de tout le monde. Le contrat n’a pas beaucoup évolué par rapport au précédent. Il contient cependant quelques modifications. Les locataires ont dû déposer une caution se montant à deux mois de loyer. En effet, un certain nombre d’objets ont disparu, ce qui a entraîné des discussions avec le locataire précédent. Une caution facilite les choses. La procédure sera plus sérieuse que par le passé, avec notamment un inventaire. Tout ce que la commune met à disposition doit être rendu dans un état normal. Le loyer se monte à 1 420 euros et comprend les frais de chauffage. S’y ajoutent 25 centimes par entrée payante lors de manifestations officielles à l’Aalt Stadhaus. Les locataires devront aussi payer les charges et les poubelles.


3. ACTES ET CONVENTIONS Ce qui est surprenant, ce qu’il n’existe pas de compteurs pour l’eau et l’électricité. C’est pourquoi le collège échevinal a opté pour un forfait basé sur la consommation totale en eau dans le centre culturel. Il se monte à 2 euros par m2 par mois. La consommation en eau provient avant tout des toilettes. Le nettoyage est aussi à charge des locataires. Les deux dames ont ouvert la brasserie il y a deux jours. L’ouverture officielle aura lieu début avril. Elles sont un peu plus agressives en matière de publicité. Un logo figure déjà aux fenêtres. Le collège échevinal leur souhaite bonne chance. Tom Ulveling demande aux conseillers communaux d’approuver le contrat.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) remercie à son tour Mme Macri pour avoir gardé le café ouvert. Les socialistes ont deux questions. Parmi les candidatures, combien de Differdangeois y avait-il? Pourquoi n’a-t-on pas retenu la candidature d’un Differdangeois?

haus ufalen. Wéi gesot, si muss natierlech e Forfait mensuel bezuele fir d’Chargë vun Elektrizitéit, Waasser an och fir d’Kanalisatioun. Souwéi natierlech och dann d’Poubellen. Dat muss se selwer droen. Mir hunn awer komescherweis festgestallt — et ass jo eréischt ee Joer hier — datt keng Compteuren installéiert gi sinn, wou een d’Waasser an d’Elektresch kéint moossen, déi do gebraucht gi sinn. Dofir si mer op e Forfait iwwergaangen. Mir hu gekuckt, wat de Gesamtverbrauch vum Waasser am Stadhaus ass. Dat ass net vill. Dat sinn haaptsächlech d’Toiletten. A mir fannen, dass wa mir e Forfait vun zwee Euro pro m2 pro Mount géife verrechnen, dat deem géif entspriechen, wat ongeféier raisonnablement géif ufalen.

CHRISTIANE SAEUL (DP) présente ses

Wat den Nettoyage ubelaangt, mussen déi zwou Persoune selwer botzen.

félicitations aux deux exploitantes de la brasserie Aalt Stadhaus. Il s’agit de deux dames dynamiques avec de l’expérience dans le métier. C’est très important, car il est question du centre culturel. Il faut donc proposer un certain confort aux visiteurs, y compris des gens non originaires de Differdange.

Dir hutt och gesinn, wéini déi Brasserie sollt opgoen. Do huet sech näischt geännert. Déi Dammen hu virun zwee Deeg ugefaangen. Eng offiziell Ouverture maache se ufanks Abrëll. An ech wënschen hinnen e schéinen Erfolleg.

Christiane Saeul remercie à son tour Mme Macri pour son engagement. Elle souhaite bonne chance aux nouvelles exploitantes.

Ausserdeem hutt der wahrscheinlech gemierkt, déi Damme ginn op en anere Wee. Si ginn e bësse méi aggressiv mat der Publizitéit vir. Dir gesitt, dass elo schonn op verschiddene Fënsteren esou ee Logo pecht, dass een och elo emol gesäit, dass do e Café oder eng Brasserie ass. A vun eiser Säit aus, wënsche mer hinne gudden Erfolleg. Ech géif iech da bieden, dësem Kontrakt zouzestëmmen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci Här Ulveling. Här Hobscheit w.e.gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, och am

54

Numm vun der LSAP wëll ech der Madame Macri Merci soen, dass se agesprongen ass, fir de Café provisoresch opzehalen. Mir hunn eis, wéi mer eis dat an der LSAP-Fraktioun ugekuckt hunn, just zwou Froe gestallt: Ënner deene Kandidaturen, déi erakomm waren, wou jo elo déi zwou Dammen zréckbehale goufen, wéivill Déifferdenger Kandidate waren do derbäi? A firwat goufen d’Kandidature vun den Déifferdenger Geschäftsleit, déi interesséiert waren, fir do eppes opzemaachen, net zréckbehalen? Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Nach een? D’Madame Saeul.

CHRISTIANE SAEUL (DP): Merci, Här Buergermeeschter. Felicitatioune säitens der Demokratescher Partei un déi zwee nei Exploitante vun der Brasserie am Ale Stadhaus. Et sinn zwou ganz dynamesch Dammen, déi aus dem Beruff kommen. Dat ass ganz, ganz wichteg. An et handelt sech hei ëmmerhin ëm de Centre culturel Aalt Stadhaus. Dee bréngt net-Déifferdanger op Déifferdang. A wann do eng Brasserie zou ass, mussen déi Leit och e gewëssene Confort hunn. Der Madame Macri och nach eng Kéier Merci fir hiren Asaz. An ech soen och Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. CHRISTIANE SAEUL (DP): A bonne chance deenen Dammen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Déi brauche se! Här Mangen.


3. ACTES ET CONVENTIONS ROBERT MANGEN (CSV): Mir wënschen deenen neien Exploitante vun onserer Brasserie Aalt Stadhaus och vill Erfolleg. Et ass een einfachen, modernen a gutt-geleeëne Kader, deen no Liewe rifft. Ech wollt nach eng Kéier den Här Ulveling froen, wéivill déi 25 Cents en plus fir de Loyer ausmaachen, déi pro Entrée gefrot ginn? Wéivill Belaaschtung ass dat fir si zousätzlech?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat ass net nei, gellt, déi 25 Cents.

ROBERT MANGEN (CSV): Jo, ech weess, mä wéivill ass dat u Belaaschtung fir si?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Wann do keng Fro méi wier, kucke mer genau no, wéivill Déifferdenger et waren. Ech hunn der zwee am Kapp. Ech wëll awer keng Dommheete soen. Mir kucken dat no a mir reechen Iech dat no, wéivill Déifferdenger interesséiert waren. Zwee hunn ech konkret am Kapp. Dat anert, géif ech esou direkt soen, datt et 2014 eng ronn 10.000 Euro ausgemaach huet. Och dat kucke mer genau no an da kritt Der et op de Cent genau, wat d’lescht Joer erakomm ass. Här Ulveling.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Richteg. Ech hu jo doropshin och gesot, fir eis sollt et eng Complémentaritéit sinn. Et sollt eppes Neies sinn. Et sollt net eppes sinn, wat scho besteet a wou dann eng Annexe praktesch vun deem, wat besteet, am Stadhaus sollt sinn. Dofir hu mer déi net zréckbehalen. Well mer och gemengt hunn, dass déi

Dammen, esou wéi se dat virgestallt hunn, e Konzept hunn, dat eis ageliicht huet. A wou mer geduecht hunn, dass dat géif fonctionnéieren, dass si eng Chance hätten, wierklech dermat hiert Liewen ze maachen.

ROBERTO MANGEN (CSV) souhaite

Dat anert, wat den Här Mangen gesot huet, kann ech Iech elo net soen. Mä ech hat Iech schonn am Bilan culturel uginn, wéivill Leit an eise Manifestatioune waren. Wann Der dat mat 0,25 multiplizéiert, hutt Der de Chiffer.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

Ech wëll awer erklären, firwat dat sengerzäit dra komm ass. Dat ass eppes, wéi de Buergermeeschter scho sot, wat scho virdrun dra war. Dat ass, well deen, deen dat exploitéiert, natierlech Saache verkeeft. An doduerch gi se een Deel vun där Recette, déi se vun deem Owend hunn, erëm zréck un d’Gemeng, well déi hinnen dee ganze Bar uewe gratis zur Verfügung stellt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Si hunn de Monopol uewenop. An et si si, déi d’Receptioun an alles wat dozou gehéiert, maachen. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le contrat de bail pour la brasserie dans le centre culturel Aalt Stadhaus.

Da si mer beim Punkt C. Do geet et net direkt ëm d’Surface commerciale, mä ëm de Parking. An da ginn ech d’Wuert weider un den Här Bertinelli.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Dat heiten ass en Avenant vum Kontrakt vum Pall Center, dee mer de 17. Juli 2014 gemaach hunn. Dat schéint neit Geschäft, dat mer am Zentrum vun Déifferdeng

55

beaucoup de succès aux nouvelles exploitantes de la brasserie. Il s’agit d’un local moderne et bien situé. Le conseiller communal voudrait savoir combien représentent en tout les 25 centimes demandés par entrée.

répond que cela n’est pas nouveau.

ROBERT MANGEN (CSV) le sait. Mais quelle charge cela représente-t-il pour les exploitantes? ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate qu’il n’y a plus de questions. Il vérifiera combien de candidatures differdangeoises ont été déposées. Il pense qu’il y en avait deux, mais il n’est plus entièrement sûr et ne veut pas dire de bêtises. En 2014, le bourgmestre estime à 10 000 euros le supplément en loyer engendré par le versement de 25 centimes par entrée. Mais il fournira le montant exact ultérieurement.

TOM ULVELING (CSV) concorde. Il explique que le collège échevinal recherchait un nouveau type de local. Il ne voulait pas d’une annexe de ce qui existe déjà ailleurs. C’est pourquoi certaines candidatures n’ont pas été retenues. En plus, les deux dames ont présenté un concept qui a plu au collège échevinal. Celui-ci estime que la brasserie va fonctionner et que les exploitantes pourront y gagner leur vie. Lorsqu’il a présenté le bilan culturel, Tom Ulveling a dit combien de spectateurs avaient assisté aux manifestations de l’Aalt Stadhaus. Si M. Mangen multiplie ce chiffre par 0,25, il obtiendra la réponse à sa question. Les exploitantes vendent des produits et gagnent de l’argent. Elles en rendent ensuite une partie à la commune, qui leur met à disposition le bar à l’étage. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute qu’elles jouissent d’un monopole et qu’elles s’occupent aussi de la réception. (Vote) Roberto Traversini passe au point C et cède la parole à M. Bertinelli.


3. ACTES ET CONVENTIONS FRED BERTINELLI (LSAP) explique qu’il s’agit d’un avenant au contrat avec le Pall Center, signé le 17 juillet 2014. Deux places de stationnement seront aménagées pour le Pall Center. Ce magasin pour enfants stocke des marchandises, qu’il faut pouvoir charger et décharger. Les installations sont à la charge du magasin. Comme le parc de stationnement du Reggio n’est pas fini, il a fallu un avenant au contrat de bail. MARCEL MEISCH (DP) constate que le nouveau magasin est vraiment beau. Les démocrates sont contents qu’il ait ouvert dans le centre. Ils approuveront l’avenant. Le conseiller communal demande cependant si le magasin n’obtiendra que deux places de stationnement. Et quand le parking ouvrira-t-il enfin? Il y a urgence. On a souvent promis au conseil communal qu’il ouvrirait bientôt. Il espère que cette fois-ci, c’est vrai.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

hunn. An do handelt et sech ëm zwou Parkplazen, déi amenagéiert gi fir de Pall Center. Wéi der wësst, ginn an engem Kannergeschäft Lëschte gemaach a fir déi Saachen ze stockéieren, fir datt d’Leit dee Moment kënnen op- an oflueden, soll de Wee esou kuerz wéi méiglech gemaach ginn. Alles, wat d’Installatiounen ugeet, wat do gebraucht gëtt, fir dat ze maachen, huele si op hir Fraisen. Do komme keng weider Fraisen op d’Gemeng duer. Wéi gesot, war dat am Avenant esou festgehalen. Well de Parking Reggio elo eréischt fäerdeg ass, ass dat hei d’Ajoute zu deem Contrat de bail, dee si mat eis gemaach hunn. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

explique que si le stationnement au parking du contournement a été limité à cinq heures, c’est pour qu’il ne soit pas occupé du matin au soir et que les gens aient envie de venir à Differdange. Les autres parcs de stationnement vont ouvrir. Le bourgmestre précise que les deux places de stationnement en question ne sont pas mises à disposition du magasin. Le parc de stationnement est destiné à devenir public. (Vote)

Merci, Här Bertinelli. Da géife mer zum Vote kommen. Ah nee, Pardon.

Roberto Traversini passe à un contrat de bail au 1535 °C pour venir en aide à un commerçant, Steve Bofferding. Il a dû quitter son local et ne pourra emménager dans le nouveau — celui occupé actuellement par le CIGL — qu’aux alentours de mai. C’est pourquoi le collège échevinal lui a proposé le 1535 °C comme solution temporaire. Le deuxième contrat de bail concerne des locataires de l’industrie créative.

Sinn dat effektiv nëmmen zwou Parkplazen, déi si dohi kréien? Mir si selbstverständlech dermat d’accord. Mir wäerten dat och matstëmmen.

MARCEL MEISCH (DP): Ech wollt deene Leit soen, datt hire Buttek wierklech schéi ginn ass. Mir si frou, datt mer esou eppes am Zentrum hunn.

Ech wëll awer profitéieren, fir nach eng Kéier nom Parking ze froen. Wéini datt deen dann elo endlech opgeet. An och wéini, datt dann endlech deen an al Déifferdeng opgeet? Mir wëssen alleguer, wat fir eng Nout mer hei hunn. A mir krute schonn esou dacks versprach, spéitstens an engem Mount wär op. Ech hoffen, datt et dann elo dat lescht Verspriechen ass an datt dat gehale gëtt. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir halen dat. Dowéinst hu mer jo am Fong geholl de Parking Cont-

56

ournement op fënnef Stonne gemaach. Datt d’Leit kënne mat Freed op Déifferdeng akafe kommen. An net, datt d’Autoe vu moies bis owes do stinn. Déi aner Parkinge ginn op. Ech wëll hei eppes rektifizéieren: et si keng zwou Parkplazen, déi si zur Verfügung gestallt kréien. Déi si mat am Bail gewiescht. Dat hei ass eppes aneschters. Mir halen de Parking esou op, bis alles an der Rei ass an da gëtt e ganz ëffentlech. Et gi keng Parkplaze fir de Buttek gehalen. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le 1er avenant au contrat de bail d’une surface commerciale dans la résidence Reggio.

Da komme mer bei e Contrat de bail am 1535°C. Hei geet et ëm en Här, deem mer kuerzfristeg hëllefen. Säi Geschäft, net wäit vun der Barrière, huet mussen eraus. Deen Här kritt awer dat neit Geschäft eréischt am Abrëll/Mee. Dat kënnt do, wou de CIGL am Moment dran ass. Mir schwätzen hei vum Här Bofferding Steve. De CIGL plënnert awer eréischt am Mee/Juni. A fir déi Zäit ze iwwerbrécken, datt den Här Bofferding trotzdeem an eiser Gemeng weider exercéiere kann, hu mer him während zwee Méint eng Plaz am 1535°C ginn. Et kënnen och dräi Méint sinn. Mä et ass just eng Zwëscheléisung, fir datt déi Firma d’Stad Déifferdang net soll verloossen. Dat ass den éischte Bail. Deen aneren ass en normale Bail vu Locatairen, déi am kreative Beräich schaffen. Kënne mer déi zwee Baile mateneen ofstëmmen?.


3. ACTES ET CONVENTIONS FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Eng kleng Stellungnahm nach derzou. déi gréng stëmmen natierlech déi zwee Bailen. Virun enger Zäit hat ech schonn eng Kéier ernimmt, dass mer déi Frais générés par les locataires, wéi d’Elektresch, d’Waasser, d’Décheten an esou virun, global kucken an do eng Pauschal ophiewen. Ausser ech hätt dat falsch verstanen. Ass et de Prinzip vum Pollueur payeur?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Wann Der op der Säit zwee kuckt gesitt Der genau, wat se fir den Dreck, fir d’Waasser, fir d’Telekommunikatioun an d’Elektresch bezuelen. Si hu Compteuren, wou dat genau gekuckt gëtt.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Gëtt dat genau gekuckt?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Och bei den Décheten? Well hei schwätze mer vun 1.100 Tonnen.

Dofir géif ech virschloen, e punktuelle Recyclage am 1535°C ze maachen. Mer mussen och iwwerleeën, wéi jiddwereen am Prinzip vum Pollueur payeur, d’Utilisatioun vun der Elektrizitéit, vum Waasser an nach anere Saachen bezuele kann.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Déi hunn alleguer separat Compteuren. Mat der Poubelle si mer eis all eens. Et si 44 Betriber, déi elo geschwë wäerten dra sinn. Dat muss ee sech emol op der Zong zergoe loossen. 44 Betriber si bannent annerhallwem Joer dohinner komm. Mir wäerten eis am Laf vum Joer nach eng Kéier zesummesëtzen, wéi ech dat dem Här Diderich versprach hat, fir iwwer d’Loyeren ze schwätzen. Dann ass dat Thema vum Dësch. Dat sinn immens nohalteg Betriber, déi Virreider am Recycléiere sinn. Mir kënnen dat gär nach eng Kéier kucken. Mä ech weess, datt et am Moment pro 1.100 opgedeelt ass, op de Meter carré, dee se hunn. Alles aneschters gëtt mat Compteuren ofgelies. A si kréien dat och genau verrechent. Dat hei sinn am Fong geholl Avancen, déi hei dra stinn. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les contrats de bail dans le bâtiment 1 du 1535 °C.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Da géife mer zu der Konventioun mam CIGL kommen.

Jo, 44 Betriber.

Loosst mer awer déi Freed, datt ech iech do eppes Klenges zielen, an zwar vu wou mer kommen. Den deemolege Caissier vum CIGL — dat war déi Zäit de Marcel Meisch — ka sech nach ganz gutt drun erënneren, wat mir als Gemeng respektiv als CIGL dem OPE hu musse bezuelen. Virun zwee Joer ware mer nach op enger Zomm vu

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech ka mer net richteg virstellen, wéi een do en Tri ka maachen, wann ee Spraydouse benotzt als Artist an hei an do.

57

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) annonce que les écologistes approuveront les contrats. Il rappelle cependant que les locataires paient un forfait pour l’électricité, l’eau, les déchets… Ou bien applique-t-on le principe du pollueur payeur?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) réplique que le montant facturé pour les charges figure à la page 2. Les locataires disposent d’un compteur.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) demande si les décomptes sont précis.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que oui.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) voudrait savoir si cela est aussi le cas des déchets. Car il est question de 1 100 tonnes.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) précise qu’il s’agit de 44 entreprises.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) ne croit pas qu’un tri soit fait. Il propose un recyclage ponctuel au 1535 °C. Les charges doivent être facturées selon le principe du pollueur payeur.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répète que les locataires ont tous des compteurs séparés. En un an et demi, 44 entreprises ont emménagé à 1535 °C. Dans le courant de l’année, il faudra revoir les loyers. Les 1 100 tonnes de déchets sont facturées sur base des mètres carrés. Pour le reste, il y a des compteurs. (Vote)


3. ACTES ET CONVENTIONS Roberto Traversini passe à une convention avec le CIGL. M. Meisch, l’ancien caissier du CIGL, connaît les sommes que la commune versait à OPE. Il y a deux ans, il s’agissait de 450 000 euros, plus 100 000 euros à ProActif. En deux ans, ces dépenses sont tombées à 200 000 euros comme retenu dans la convention. Le bourgmestre plaisante que la présence de M. Antony au sein du comité se ressent directement dans les chiffres. En plus de ces économies, le CIGL emploie désormais 75 personnes contre une vingtaine il y a huit ou neuf ans. La Ville de Differdange n’a donc pas seulement épargné de l’argent, mais elle offre aussi la possibilité à beaucoup de gens d’entrer sur le marché primaire du travail. L’orateur remercie les bénévoles du CIGL. Sans eux, tout cela ne serait pas possible. La convention prévoit le versement de 200 000 euros. La première moitié sera versée aussi rapidement que possible et la deuxième en cours d’année. Lundi prochain se tiendra une assemblée générale, à laquelle les conseillers communaux sont invités. Il y sera notamment question d’une modification des statuts. Si le CIGL devait se dissoudre ou si les bénévoles ne voulaient plus continuer leur travail, le capital reviendrait à la commune et non à des organisations caritatives comme prévu jusqu’à présent. C’est normal lorsque l’on sait tout ce que la commune investit dans le CIGL. Roberto Traversini fait allusion à l’Occasiounsbuttek, les serres, le parc automobile, les machines… En tant que bourgmestre et président du CIGL, il demande aux conseillers d’approuver la convention. Il cède la parole à M. Hobscheit, qui ne l’entend pas.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) s’excuse. M. Antony le distrait.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) plaisante que M. Antony fait la même chose avec lui.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) salue le travail réalisé par le CIGL au nom des socialistes. Il est important que la Ville de Differdange soutienne ce type d’initiatives non seulement financièrement, mais aussi en étant bien représentée au sein du comité d’administration. Il a déjà été question de réaliser davantage de travaux en interne. Dans ce cadre, le CIGL a un rôle à jouer. Le conseiller communal constate que le nombre de personnes soutenues par le

450.000 Euro, déi mer dem OPE iwwerwisen haten, an 100.000 Euro, déi mer ProActif iwwerwisen haten, fir d’Eisebunn zu Lasauvage. Dat heescht, nodeems mer eis während annerhallwem Joer, zwee Joer, intensiv agesat hunn, an den Här Meisch kann dat bestätegen, hu mer et fäerdeg bruecht, déi Ausgab vu 550.000 Euro op 200.000 Euro ze reduzéieren, wéi der hei an der Konventioun feststelle kënnt. Mä net nëmmen dat – iwwregens den Här Antony ass och neierdéngs am Comité, dat spiert een direkt an de Chifferen. Et ass net nëmmen, datt mer wierklech 350.000 Euro allgemeng spueren, mir hunn et och fäerdeg bruecht vun 20-21 Leit, déi beim CIGL geschafft hunn — do schwätzen ech vu virun aacht néng Joer — op 75 Leit ze kommen. Dat heescht, mir hu vill Suen agespuert a mir gi ganz ville Leit d’Méiglechkeet, op den éischten Aarbechtsmaart ze kommen. An de Projet Zären hunn ech net dobäi gerechent. Ech wëll dann och, vun dëser Plaz aus, all de Benevollen, déi am CIGL schaffen, villmools Merci soen. Well ouni hir wäertvoll Aarbecht, wier deen Aspuerpotential, deen d’Stad Déifferdeng hei mécht, net méiglech. Mir doduerch ganz ville Leit d’Chance op eng Formatioun an erëm op den éischten Aarbechtsmarché ze kommen. Aus der Konventioun geet ervir, datt mer 200.000 Euro ginn. 100.000 Euro hätte mer solle bis de Januar ginn. Ech wëll iech matdeelen, dass e Méindeg eng Generalversammlung ass, wou der natierlech häerzlech invitéiert sidd. Do wäert der gewuer ginn, datt dat esou schnell wéi méiglech geschéie soll. An dann am Laf vum Joer bezuele mer déi aner 100.000 Euro. Wann der e Méindeg op déi Generalversammlung vum CIGL kommt, wäert der an uecht huelen, datt eng Statutten-Ännerung stattfonnt huet. Bis elo war et jo esou, wann de CIGL sech opléise géif, géifen d’karitativ Associatiounen de Rescht kréien. An elo kënnt an

58

d’Statutte stoen, datt d’Stad Déifferdeng dat kréie wäert. Wat jo wichteg ass, wann eng Gemeng awer esou vill Suen dra stiechen huet, a wann ee gesäit, wat fir ee Kapital sech amgaangen ass opzebauen. Net nëmmen d’Occasiounsbuttek an d’Zären, mä dee ganze Fuerpark, all déi Maschinnen. Mer wollten dat esou dra stoen hunn, – am Fall wou de CIGL géif ophalen, wat ech jo net hoffen, oder wann déi Benevol déi Verantwortung net méi wéilten droen — datt dann awer dat ganzt Kapital erëm zréck an d’Gemeng géif kommen. Dat gitt der dann alles e Méindeg gewuer. Dofir wär ech natierlech frou als Buergermeeschter an och als President vum CIGL wann der déi Konventioun kéint stëmmen. Ech si fäerdeg. Här Hobscheit, w.e.gl.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Pardon, Här Buergermeeschter, den Här Antony huet mech ofgelenkt. Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Hie mécht dat och ëmmer bei mir. Et ass ëmmer datselwecht mat em.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter. Dir Dammen, Dir Hären, generell wëll ech d’Konventioun an och d’Aarbecht vum CIGL aus Siicht vun der LSAP wierklech luewen. D’Beschäftegungsinitiativen erfëllen eng wichteg Aufgab fir d’Leit nees un den Aarbechtsmaart erunzeféieren. Dofir ass et och ëmsou méi wichteg, dass mer als Stad Déifferdeng esou Initiativen ënnerstëtzen, sief et finanziell oder och doduercher, dass mer am Verwaltungsrot vum CIGL, zum Beispill, gutt vertruede sinn an deemno en A drop halen, dass d’Gemeng op d’Déngschter vum CIGL zréckgräift respektiv


3. ACTES ET CONVENTIONS enk mat em zesummeschafft. Et gouf jo hei schonn ugedeit, dass ee vläicht an Zukunft sollt kucken, nach méi op de Wee ze goen, Saache selwer ze maachen. An do kann de CIGL eng wichteg Roll spillen, dass een dee gutt kéint mat abannen. Dat wär nämlech am Sënn vun de Leit, déi do beschäftegt sinn. Den Här Buergermeeschter huet d’Zuele genannt. Déi Zuelen hu sech drastesch no uewen entwéckelt. Et ass ausserdeem och wichteg, dass ee kuckt, datt een déi Leit, déi beim CIGL sinn, spéider weidervermëttelt kritt, dass se nees eng Aarbechtsplaz fannen. An do si mer awer insgesamt, wat dee Volet ugeet, um richtege Wee. Dofir wäert d’LSAP déi Konventioun selbstverständlech matstëmmen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Hobscheit. Eise fréiere Keessjee vum CIGL, Här Meisch.

MARCEL MEISCH (DP): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, selbstverständlech wäert d’DP déi Konventioun matstëmmen. Ech wëll virop dem Personal felicitéiere fir dat, wat se fäerdeg bruecht hunn. Dir hutt elo grad d’Chiffere genannt, wéivill d’Gemeng net méi brauch doran ze investéieren. Et geet awer net nëmmen hei ëm d’Geld. Wat mech virun allem interesséiert, woufir ech hinne muss Merci soen, dat ass, datt se 75 Leit beschäftegen. A vun deene 75 Leit, dat kann ech iech aus Erfahrung soen, sinn, trotz allem, e ganze Koup Leit, déi herno erëm op den éischten Aarbechtsmaart zréckkommen. Dat ass fir eis ganz wichteg. Ech hätt just eng Fro. Hei am Artikel 2 steet: «Le partenaire sera représenté par un ou plusieurs délégués dans l’administration du

CIGL». Sinn dat elo neier, déi do bestëmmt gi vun der Gemeng aus, oder sinn dat déi üblech, déi sech an der Generalversammlung mellen? Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Sinn nach Froen? Den Här Mangen.

ROBERT MANGEN (CSV): Merci, Här Buergermeeschter. Wéi all Joer, eng unerkennenswäert Konventioun mam CIGL, deen Aarbechtsloser betreit an och ausbilt. Ee grousse Merci fir déi flott Projeten, déi si fir ons Gemeng realiséieren. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Mangen. Här Ruckert Dir hutt d’Wuert.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech wëll hei als Vertrieder vun der Kommunistescher Partei soen, dass ech selbstverständlech fir déi Konventioun stëmme wäert. Ech begréissen déi Efforten, déi an de leschte Jore gemaach gi sinn, fir dass méi aarbechtslos Jugendlech, dat war soss net esou oft de Fall, eng Beschäftegung kréien. Ech weigere mech awer hei vun éischten an zweeten Aarbechtsmaart ze schwätzen. Well déi Leit, déi do schaffen, maachen dacks déiselwecht Aarbecht wéi déi Leit um sougenannten „éischten Aarbechtsmaart“.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat ass richteg.

59

CIGL a fortement augmenté. Il faut veiller cependant à ce qu’elles réintègrent le marché du travail par la suite. Mais le CIGL est engagé sur la bonne voie.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) cède la parole à l’ancien caissier, M. Meisch.

MARCEL MEISCH (DP) annonce que le DP approuvera la convention. Le bourgmestre a mentionné les économies réalisées par la commune. Mais ce n’est pas le plus important. Le conseiller communal remercie le CIGL d’employer 75 personnes. Et par expérience, il sait que beaucoup retrouveront du travail ensuite. D’après la convention, la Ville de Differdange comptera plusieurs délégués au sein de l’administration. Seront-ils choisis par la commune ou bien lors de l’assemblée générale? ROBERT

MANGEN (CSV) juge remarquable cette convention avec le CIGL, qui accompagne et forme des personnes à la recherche d’un emploi. Il remercie le CIGL pour les projets qu’il réalise à Differdange.

ALI RUCKERT (KPL) annonce que le KPL approuvera cette convention. Il salue les efforts réalisés au cours des dernières années pour soutenir les jeunes chômeurs. Il refuse cependant de parler de marche primaire et secondaire du travail, car les employés du CIGL réalisent le même travail que les autres.


3. ACTES ET CONVENTIONS ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.

ALI RUCKERT (KPL) ajoute cependant que la convention ne résoudra pas les problèmes de Differdange et du Luxembourg. Si tout continue comme maintenant, le chômage des jeunes ne sera toujours pas maîtrisé dans 20 ans. Les conseillers communaux encore présents le constateront. Bien d’autres initiatives sont nécessaires pour que les jeunes trouvent un emploi, y compris à Differdange. Le nombre de jeunes Differdangeois sans qualification ou sous-qualifiés est supérieur à la moyenne nationale. Il faut faire des efforts pour leur permettre de gagner leur vie et d’avoir un futur à Differdange. Car le chômage force les jeunes à s’en aller, ce qui est regrettable. L’orateur salue cependant la convention. Roberto Traversini (déi gréng) signale qu’il sera question tout à l’heure d’une convention avec le COSP concernant les jeunes. Le CIGL ne reçoit pratiquement pas de personnes de moins de 28 ans. Or il faut aider les plus jeunes aussi.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) salue à son tour la convention, qu’il approuvera. Il se réjouit de la manière dont les chiffres ont évolué. Au-delà des sommes d’argent, il est question de l’avenir de personnes.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) ajoute que si l’intégration dans le marché du travail non subsidié se déroule de la façon décrite, tout cela est positif. En ce qui concerne les chiffres, ils ont probablement évolué parce qu’Objectif Plein Emploi n’est plus le coordinateur. Par conséquent, un certain nombre de tâches sont réalisées directement par le CIGL, qui est soutenu par la commune. Avant, ces choses étaient réalisées par Objectif Plein Emploi. Quelles répercussions l’absence d’Objectif Plein Emploi a-t-elle sur le CIGL de Differdange? Les problèmes liés à OPE ont fait la une des journaux. Beaucoup de choses sont mal passées. D’un autre côté, si le CIGL et la Ville de Differdange ont collaboré aussi longtemps avec OPE, il devait aussi y avoir des éléments positifs. Qu’estce qui n’allait pas et comment y a-t-on remédié? Le CIGL devait être un acteur de l’économie sociale et solidaire. Or ses activités sont de moins en moins subsidiées. Com-

ALI RUCKERT (KPL): Et ass also eng luewenswäert Initiativ. Ech wëll awer derbäi soen, et léist d’Problemer net, déi mer zu Lëtzebuerg an zu Déifferdeng hunn. Ech stelle fest, dass weder elo nach an Zukunft, weder dës Gesellschaftsuerdnung, an där mer liewen, nach déi Regierung, déi mer elo hunn, d’Jugendaarbechtslosegkeet wäert an de Grëff kréien. A wann hei an 20 Joer vläicht nach Leit am Gemengerot sëtzen, déi haut schonn dra sëtzen, wäerte se dat feststellen. Wann dat esou weidergeet, wéi dat bis elo de Fall ass. Ech mengen, dass nach ganz aner Initiativen erfuerdert sinn, fir iwwerhaapt derzou kënnen ze kommen, dass d’Jugendlech all eng Aarbecht kréien. Och d’Jugendlech hei zu Déifferdeng. Mer wëssen alleguer, dass iwwerduerchschnëttlech vill jonk Leit vun Déifferdeng ouni Qualifikatioun aus der Schoul kommen oder mat engem ganz klenge Minimum u Qualifikatioun. Do musse vill méi grouss Efforte gemaach ginn, dass déi eng Aarbecht kënne kréien, en Akommes kréien. A se esou och eng Zukunft zu Déifferdeng hunn. Well de Phenomen vun der Aarbechtslosegkeet féiert jo derzou, dass déi jonk Leit keng Zukunft hei zu Déifferdeng hunn. Da gi se vläicht anerwäerts a se bleiwen net an der Gemeng. Wat natierlech bedauerlech ass. Awer nach eng Kéier: ech begréissen déi Konventioun. An ech wäert och derfir stëmmen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Dir hutt vläicht scho gesinn, duerno kënnt eng Konventioun mam COSP Dat ass haaptsächlech fir mat Jonker ze schaffen. Beim CIGL ass et esou, dass mer bal keng Jonker méi geschéckt kréien. Déi Leit, déi kommen, si

60

wäit iwwer 28 Joer. A fir déi Jugendlech si mer ëmmer amgaangen ze kämpfen, datt mer och kënne Leit ënner 28 Joer huelen. Do si mer eis all eens. Här Diderich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Merci, Här Buergermeeschter. Déi Lénk begréissen och déi dote Konventioun a wäerte se sécherlech stëmmen. Ech fannen et ebenfalls positiv, dass déi Zuele sech esou entwéckelen. Dat si jo net nëmmen Zuelen, dat bedeit fir eng ganz Rei Leit eng Zukunft.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Richteg.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Wann déi Integratioun an den net-subsidiéierten Aarbechtsmaart sech esou mécht, wéi dat hei bericht gëtt, ass dat positiv a vu grousser Bedeitung. Wat déi Zuelen ubelaangt — Dir kënnt mer méi dozou soen, Dir wësst dat bestëmmt besser wéi ech — mä ech huelen einfach emol un, dass dat ganz vill domadder ze dinn huet, dass den Objectif Plein Emploi dat Ganzt net méi koordinéiert an do vläicht verschidden Aarbechte verrechent gi sinn, déi si gemaach hunn oder eben net gemaach hunn. Dat heescht, et sinn eng ganz Rei Saachen, déi de CIGL elo selwer mécht. Wou d’Gemeng de CIGL ënnerstëtzt. A wat soss ebe vum Objectif Plein Emploi gemaach ginn ass. Deen Ënnerscheed, deen entstanen ass, ass natierlech immens grouss. Déi Ännerung, déi komm ass, ass ze begréissen. Quitte dass sech hei eng Fro um Niveau vum Fonctionnement stellt: Wéi huet sech dat op de CIGL Déifferdeng ausgewierkt? Sinn do iergendwéi Saachen, déi eis elo feelen, doduerch


3. ACTES ET CONVENTIONS dass déi Struktur Objectif Plein Emploi ewechgefall ass? Et ware jo ganz vill Schlagzeilen dorëms, an et ass villes schif gelaf, à ce qu’il paraît. Mä dat Ganzt wäert jo hoffentlech awer iergendwou eppes bruecht hunn, soss hätten d’Gemeng Déifferdeng an de CIGL et net esou laang matgemaach. Dozou wollt ech froen: Wat sinn dann déi Saachen, déi schif gelaf sinn a wéi si se opgefaange ginn? Dat ass dat eent. An dat anert, dat ech wollt uschwätzen: De CIGL sollt jo u sech en Acteur vun der Économie solidaire sinn, Économie sociale et solidaire. Do gëtt et eng Debatt doriwwer, wéi een déi Begrëffer benotzt. Hei wär meng Fro: Awéiwäit entwéckele sech d’Aktivitéiten duerch de CIGL Déifferdeng, déi zum Deel ëmmer manner subsidéiert ginn, a wéi kënnen déi funktionéieren? Well d’Économie sociale et solidaire ass schlussendlech awer nach ëmmer eng Ekonomie. Wann ee verschidden Aktivitéite an déi Richtung entwéckele géif, dass am beschte Fall Leit géife beschäftegt ginn, déi keng héich Qualifikatioun hunn — well un esou Aarbechte feelt et — wär dat positiv an zukunftsfäeg. Dat wär ganz wichteg an der Économie solidaire zu Lëtzebuerg. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech fänken da mat deem Leschten un. Mir sinn a Kontakt mat de Ministeren, fir an der Économie solidaire weider aktiv ze bleiwen. Si hunn eng Persoun agestallt, déi sech haaptsächlech dorëms këmmert. An deem Sënn sinn deemnächst Rendez-vouse geplangt, ënner anerem och am 1535°C, wou an Zesummenaarbecht un Iddie geschafft gëtt, fir genau dat ze maachen, wat Der elo gesot hutt. Wann Der mech frot, wat den OPE während Jore gemaach huet, vu datt ech ëmmer éierlech a riicht eraus sinn, soen ech, datt ech mech dat ëmmer gefrot hunn. An den Här Marcel Meisch ass Zeien, wéi

dacks ech awer do gestridden hunn, a méi wéi gestridden hunn. Iwwregens hunn zwee Memberen aus dem Verwaltungsrot opgehale wéinst dem OPE. Den OPE hat sech esou opgebaut, datt et am Fong geholl wierklech e risege Waasserkapp gi war, wou een effektiv elo eréischt gesäit, wéi eng Ampleur, datt dat geholl huet. Mir haten eis vehement mat Hänn a Féiss gewiert. Ech selwer hat deemools déi Initiativ geholl, fir en Aarbechtsgrupp opzestellen, fir ze probéieren, den OPE op en anert Mier ze féieren. Dat war mer net gegléckt. A virun zwee Joer war ech et och, deen zu Réiser opgestane war – well ech absolut null Vertraue méi an deen OPE hat, wéi en do war – a sot, mir géifen eis direkt zréckzéien. Dat dozou. D’Iddi u sech war bestëmmt gutt. Et huet sécher och domadder ze dinn, datt hiren — dat wëll ech hei besonnesch ervirsträichen — extrem gudde President, déi Zäit vill krank war. Dat war den Här Castegnaro. Datt op eemol dunn d’Schëff an eng Richtung gesteiert war, wou hien et selwer net wollt hunn. Ech muss awer soen, datt ech wierklech frou sinn, datt mer dat Gewiicht do vum Pelz hunn. Eng aner Fro war, wéi mer eis entwéckelt hunn. Ech kann Iech just soen déi Zäit, wou mer en Occasiounsbuttek vum OPE gefouert haten, hate mer en Ëmsaz um Belval zwëschen 1.500 an 2.800 Euro. Haut, op den Dag genau, hu mer en Ëmsaz vu bal 15.000 Euro. Just fir d’Proportionalitéit kloer ze maachen. Mä et geet net eleng ëm d’Suen. Wann ee kuckt, wéivill déi Miwwele kaschten, déi mer um Belval hunn, ass dat iwwerhaapt net vill. A wann ee bedenkt, datt déi sämtlech Offices sociaux aus dem Süden och nach 50% kréien, kann ee sech jo ausrechnen, wéivill Stécker musse verkaaft ginn, fir op déi Zomm ze kommen. Iwwerdeem schaffe mer mat der Uni zesummen, well mir wëssen, datt do vill Studente sinn. En plus kréien d’Studenten, bei deene scho bëllegen Tariffer, zousätzlech 20%. Et geet net nëmmen ëm d’Geld dat er-

61

ment se développent-elles et comment peuvent-elles encore fonctionner? Il faudrait développer ces activités pour que les gens sans qualifications puissent trouver une occupation. Ce serait très important pour l’économie solidaire au Luxembourg.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que Differdange veut rester active dans le domaine de l’économie solidaire. Des discussions sont en cours avec le gouvernement. Des rendez-vous sont prévus à 1535 °C. Le bourgmestre s’est toujours demandé ce qu’OPE faisait tout au long de ces années. M. Meisch est témoin du fait que Roberto Traversini s’est souvent disputé dans ce contexte. OPE était devenu une énorme machine administrative superflue, dont on ne voit l’ampleur que maintenant. L’orateur a essayé à l’époque de mettre sur pied un groupe de travail et de changer les choses. Il a échoué. Il y a deux ans, il s’est levé et a quitté OPE, car il n’avait plus confiance. L’idée de départ était bonne. Ensuite, le président d’OPE, John Castegnaro est tombé malade. Les choses ont changé. En tout cas, Roberto Traversini est content de s’être débarrassé d’OPE. M. Diderich a posé des questions sur le développement du CIGL Differdange. À titre d’exemple, lorsque le CIGL gérait l’Occasiounsbuttek avec OPE, le chiffre d’affaires était de 1 500 à 2 800 euros. Aujourd’hui, il se monte à 15 000 euros. Pourtant les meubles ne coûtent pas cher et 50 % des revenus sont versés aux offices sociaux du sud. Cela laisse entrevoir combien de meubles sont vendus pour arriver à cette somme. Sans oublier la collaboration avec l’université, qui permet aux étudiants d’obtenir une réduction supplémentaire de 20 %. Mais il n’est pas seulement question d’argent et de formation. Il s’agit aussi de récupérer des meubles qui autrement seraient jetés. Le bourgmestre fournira plus de détails lors de l’assemblée générale. Il est content que le CIGL se soit débarrassé d’OPE. L’année dernière, 56 % des employés du CIGL ont trouvé un travail sur le marché non subsidié. M. Ruckert a raison de dire que ces personnes font un travail aussi important que les autres. Beaucoup d’entre elles disposent désormais d’un contrat fixe. Après l’assemblée générale de lundi, Roberto Traversini remettra le rapport complet au conseil communal pour que celui-ci prenne connaissance des détails. Le bourgmestre propose de passer au vote.


3. ACTES ET CONVENTIONS Ainsi, M. Glauden pourra y prendre part. Il doit se rendre à un enterrement ensuite.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) souhaite s’associer aux éloges envers le CIGL. D’après l’article 2 de la convention, lorsqu’il y a des postes vacants, la commune est tenue d’opter pour les candidats du CIGL. Cette clause est restrictive. Ces personnes doivent-elles absolument trouver un poste dans le secteur public? Est-ce que la commune est juridiquement obligée de le faire? Le conseil communal ferait bien de discuter de cet article.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde. Il revient aux questions de M. Meisch. Deux conseillers communaux sont représentés au CIGL. Les personnes intéressées pourront poser leur candidature lundi. (Vote)

akënnt, et geet net nëmmen ëm d’Leit déi forméiert ginn, déi erëm kënnen eng sënnvoll Aarbecht maachen, mä mir recupéréiere Miwwelen, déi soss géifen ewechgehäit ginn. Dat heescht, déi 15.000 Euro, déi mir am Moment de Mount um Belval erakréien, géife soss zu Leideleng verbrannt ginn. Dat ass Wahnsinn, wann een dat bedenkt. Do hu mer nach aner Iddien, un deene mer amgaange sinn ze schaffen, wat ee mat Saache maache kéint, déi d’Leit ewechgeheien. De Rescht zielen ech iech e Méindeg op der Generalversammlung. Do wäert der matkréien, wéi aktiv eis Leit sinn a wat déi alles fir d’Gemeng maachen, wat mer net emol matkréien. Op alle Fall sinn ech méi wéi frou, datt de CIGL endlech dee Klomp do lass ass. An ech hoffen, datt mer op dëser Schinn weiderfueren. Fir op eng aner Fro ze äntweren, d’lescht Joer hate 56% eng Plaz um net-subsidiéierten Aarbechtsmaart fonnt. Dir hutt ganz recht, wann Der sot, dass déi Aarbecht grad esou wichteg ass wéi eng aner. A mir haten d’lescht Joer extrem vill Leit, déi erëm eng Plaz fonnt hate mat engem feste Kontrakt.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Geet dat op de Mount oder op d’Joer?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Op de Mount. Ech bréngen Iech selbstverständlech dee ganze Bericht mat, wann Der e Méindeg net kënnt dobäi sinn. Da kënnt Der alles genau noliesen. Mir géifen dann zum Vote kommen. Da kann den Här Glauden nach matstëmmen, well hien nach e Begriefnis ze maachen huet. Jo, Här Schwachtgen, dann awer ganz schnell.

62

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ganz schnell. Ech wollt mech just deenen Élogen, déi op de CIGL erof gereent sinn, am Numm vun deene Gréngen uschléissen. Ech wollt den Artikel 2 vun der Konventioun ernimmen. Wann een dee juristesch gekuckt méi genee ënner d’Lupp hëlt, misste mer all Kandidat huelen, deen aus dem CIGL kënnt an deen der Gemeng géif proposéiert ginn am Fall, wou mer Recrutementer maachen. Dat schéngt mer e bësse restriktiv. Well mir hunn och aner Kandidaten, déi vun anere Plaze kommen. Dat hei kléngt mer e bëssen esou, wéi wann ee bei der Arméi wär, dass deen onbedéngt misst eng Plaz kréien an eisem Secteur. Dass hei de Kandidat vum CIGL all Kéiers misst beim Recrutement virgeholl ginn. Virun anere Leit, déi sech vun anerwäerts mellen. An ech weess net, ob dat juristesch esou rechtskräfteg ass. Ech si kee Jurist, mä mir missten deen Artikel vläicht eng Kéier op de Leescht huelen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Okay. Da maache mer dat. Den Här Meisch hat nach eng Fro gestallt. Et ass esou, datt zwee Leit vum Gemengerot am CIGL vertruede sinn. Wann nach Leit interesséiert wären — et steet nach déi eng oder déi aner Plaz op —, kënne se sech e Méindeg dann ouni Problem mellen. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la convention avec le CIGL Differdange.


3. ACTES ET CONVENTIONS Da komme mer zum Bail vun der Léierbud. Et ass esou, datt d’Stad Déifferdeng virun e puer Méint vum Verwaltungsrot – wou d’Stad Déifferdeng zwee Vertrieder dran huet – e Bréif kritt huet, an deem drasteet, datt mer d’Léierbud fënnef Joer zur Verfügung gestalt kréien. Mir solle kucken, datt mer eis mam Science Center eens ginn, datt déi dohinner kënne kommen. De COSP ass mat dran. Wann der eng Kéier d’Geleeënheet kritt, bleift do stoen, gitt emol kucken, wéi flott dat ass. Et ass erëm Liewen an der Bud. Do sinn am Moment 30 Jonker, déi forméiert ginn. Dat war eppes, wat jidderengem heibanne wierklech wéigedoen hat, datt dat doud war. An et ass immens schéin ze gesinn, datt dat elo lues a lues erëm zum Liewen erwächt. Do muss dra geschafft ginn. Si brauche kee Loyer ze bezuelen. Mir soten, mir géifen et zu därselwechter Konditioun zur Verfügung stelle wéi virdrun. Dat heescht fir näischt. Mä vu datt Aarbechten dran ze maache sinn, komme mer hinnen entgéint a mir strecken d’Sue fir déi Aarbechte vir. Awer just ënner der Konditioun, dass mer se op de leschte Centime zréckkréien. Dofir ass am Fong geholl deen heite Contrat de bail gemaach ginn. Dir gesitt, datt et iwwer fënnef Joer geet. Déi éischt 18 Méint — bis mer de globale Montant vun 250.000 Euro erëm eran hunn — bezuele si 18.075 Euro de Mount Loyer. A vun deem Dag un, wou d’Stad Déifferdeng déi geléinte Suen zréckkritt huet, brauche se natierlech kee Loyer méi ze bezuelen. Just d’Käschte wéi Elektresch, Waasser, Mazout respektiv Gas musse se viru bezuelen. Wéi se dat bis elo ëmmer gemaach hunn. Dofir ass dat mam Centre d’Orientation Socio-Professionnelle esou gemaach ginn. Deen aneren Deel interesséiert iech och vläicht. Dat ass déi Saach mam Science Center. Mir fänken un an dréchen Dicher ze kommen. Nie-

webäi wëll ech iech driwwer informéieren, datt den Ekonomieministère zwee grouss a wichteg Beamten heihinner geschéckt huet. An et gesäit ganz duerno aus, wéi wann Déifferdeng ausgewielt wär, fir de Science Center ze kréien. Wéi eng Form dat hëlt, muss nach gekuckt ginn. Mä et schéngt, wéi wann d’Regierung de Feu vert ginn hätt. Just als Informatioun. Dat eent huet natierlech näischt mat deem aneren ze dinn. Ech weess awer, datt jiddereen drun interesséiert ass, wéi et mam Science Center steet. Wëll een dozou Stellung huelen? Madame Goergen.

MARTINE GOERGEN (DP): Merci, Här Buergermeeschter. Léif Frënn aus dem Schäffen- a Gemengerot, léif Vertrieder vun der Press, léif alleguer, d’DP ass frou ze gesinn, datt dëse Contrat de bail mam Centre d’Orientation Socio-Professionnelle am aktuellen Dossier erëmzefannen ass. Dëse Vertrag, wéi den Här Buergermeeschter grad erkläert huet, deen op fënnef Joer mat Optioun op Verlängerung ofgeschloss gouf, stellt dem sougenannte COSP 1.205 m2 zur Verfügung, op deenen dëse Service seng Formatioun ubidde kann. Wéi aus deem Kontrakt ervirgeet, huet d’Gemeng wëlles, un dësem Gebai Renovéierungsaarbechten ze realiséieren. Ech weess net, ob déi schonn ugelaf sinn oder net. Dat sinn 250.000 Euro. De Loyer ass esou gestaffelt, datt e laut den Zuelen aus dem Kontrakt e bësse méi wéi no engem Joer ofbezuelt ass. Duerno wäert e sech dann op e symboleschen Euro reduzéieren. Mir felicitéieren dem Schäfferot fir dësen Effort — och fir déi Virfinanzéierung, wat jo net evident ass —, déi hien am Déngscht vu senger sozialer Verantwortung mécht. Et ass flott ze gesinn, datt déi fréier Léierbud nees engem ähnlechen Zweck zougefouert gëtt.

63

Roberto Traversini passe à un contrat de bail concernant la «Léierbud». La Ville de Differdange disposera de la «Léierbud» pendant cinq ans et doit négocier avec le «Science Center» en vue d’une éventuelle implantation sur le site. Le COSP y occupe aussi des locaux. Le bourgmestre recommande aux conseillers communaux de se rendre sur place. L’École professionnelle est de nouveau remplie de vie. 30 jeunes y sont formés. La fermeture de l’école a fait mal à la commune. Que le bâtiment accueille de nouvelles activités fait du bien. En théorie, le COSP n’a pas à payer de loyer. Cependant, il y a des travaux à faire. Ils seront préfinancés par la commune avant d’être intégralement remboursés. C’est pourquoi dans la pratique, le COSP versera un loyer de 18 075 euros pendant 18 mois. Dès que la somme de 250 000 euros sera atteinte, le loyer sera supprimé. Seules les charges resteront à payer. En ce qui concerne le «Science Center», deux fonctionnaires du ministère de l’Économie se sont déplacés à Differdange. Il semblerait que le gouvernement ait choisi Differdange comme lieu d’implantation. Il reste à définir sous quelle forme. Bien entendu, le «Science Center» et le COSP ne sont aucunement liés entre eux.

MARTINE GOERGEN (DP) se réjouit de la signature du contrat de bail avec le Centre d’orientation socioprofessionnelle. Il porte sur cinq ans avec la possibilité de le renouveler. Le COSP pourra proposer ses formations sur 1 205 m2. La commune réalisera des travaux de rénovation pour 250 000 euros. Martine Goergen ne sait pas s’ils ont déjà commencé. Le loyer permettra dans un premier temps au COSP de rembourser les travaux. Ensuite, il se montera à un euro symbolique. Le DP salue l’engagement social du collège échevinal. L’ancienne école professionnelle accueillera des activités semblables aux anciennes.


3. ACTES ET CONVENTIONS Des jeunes de 18 à 24 ans pourront prendre part à des formations de deux mois pour apprendre notamment comment se comporter sur le lieu de travail ou comment préparer un entretien d’embauche. La formation est suivie d’un stage en entreprise au cours duquel le jeune pourra accumuler de l’expérience. Il découvrira aussi où se situent ses forces et ses faiblesses qu’il s’agira de développer ou d’éliminer. La formation sans le stage est ouverte aussi aux autres demandeurs d’emploi. Le COSP collabore avec l’ADEM, qui décide qui peut prendre part aux formations. Le DP salue cette initiative, mais demande au collège échevinal de ne pas se reposer sur ses lauriers. Il faut poursuivre les initiatives dans le domaine de l’emploi, par exemple celle concernant le CIGL. Martine Goergen espère que les formations seront suivies avant tout par des jeunes de Differdange afin que leur situation s’améliore et qu’ils puissent trouver un travail sur le marché primaire de l’emploi.

ALI RUCKERT (KPL) approuvera le contrat au nom du parti communiste. Même si cela ne changera rien, il proteste à nouveau contre le fait qu’ArcelorMittal est fermé l’école professionnelle et que le gouvernement n’ait pas été en mesure de lui faire changer d’avis. En outre, le COSP ne remplace pas l’école professionnelle. Il vaudrait mieux donner du travail aux gens au lieu de leur apprendre à remplir des formulaires ou à découvrir leurs forces et leurs faiblesses. Il faut créer des emplois et non apprendre aux gens à écrire des candidatures. Tout ceci est regrettable, même s’il faut accepter les mesures prises.

Wéi och schonn op dëser Plaz ugeklongen, hunn an Zukunft Jonker vun 18 bis 24 Joer am Kader vun der «Garantie pour la jeunesse» d’Chance, eng Formatioun vun zwee Méint ze absolvéieren, an där hinnen eng Basis vum wichtege Wëssen iwwer den Aarbechtsmarché — ënner anerem, wéi behuelen ech mech op enger Aarbechtsplaz, wéi ginn ech an en Entretien an esou weider — vermëttelt gëtt. Um Enn steet eng Zort Stage, deen de Jugendlechen an enger Firma oder an enger Gemeng absolvéiere kann, fir em esou d’Méiglechkeet ze ginn, eng positiv Erfahrung an der Aarbechtswelt ze maachen an deemno eng Referenz huet, fir spéider Bewerbungen. Während dësen zwee Méint, an deem ofschléissende Stage, gëtt awer och gekuckt, wou dem Demandeur d’emploi seng Stäerkten a Schwächte leien a wéi een dës zu sengem Virdeel ka weiderentwéckelen oder ausbauen. Wann ech richteg informéiert sinn, ass eng ähnlech Formatioun mat Ausnahm vun deem Stage och méiglech fir all aneren Demandeur d’emploi, wann dee besonnesch Schwieregkeeten huet, eng Aarbecht ze fannen. Dat Ganzt geschitt natierlech an Zesummenaarbecht mat der ADEM. An et ass och dës Instanz, déi decidéiert, wien un där Mesure deelhuele kann. D’DP Déifferdeng begréisst dësen éischte Schrëtt an déi richteg Richtung. Se rifft de Schäfferot an d’Majoritéit awer och dozou op, sech net op hire Lorbeeren auszerouen, mä weider an dësem Beräich aktiv ze sinn an ze kucken, wéi een dëst, awer och aner Angeboter wéi zum Beispill déi erwähnte Mesure vum CIGL, weider ausbaue kann. Des Weideren hoffe mir, datt virun allem déi betraffe Leit aus der lokaler Bevëlkerung eng Chance kréien, eng Formatioun um COSP ze maachen, wat hir Situatioun däitlech géif verbesseren an de Wee op de Premier Marché de l’emploi fräi maachen.

64

Alles an allem ass d’Initiativ absolut luewenswäert. A mir wënschen dem COSP bei senger grousser a schwéierer Aufgab vill Erfolleg. Natierlech stëmme mer dëse Punkt mat Jo. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Här Ruckert.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, als Vertrieder vun der Kommunistescher Partei, wäert ech fir dee Kontrakt stëmmen. Ech wëll awer hei nach eng Kéier— och wann dat elo näischt méi déngt — dergéint protestéieren, dass ArcelorMittal déi Léierbud zougemaach huet an dass d’Regierung net à même war, dee Konzern ëmzestëmmen, fir trotzdeem jonke Stolaarbechter weiderhin eng Qualifikatioun ze ginn. Et muss een ausserdeem oppassen. Dat wat mer kréien ass kee gläichwäertegen Ersatz vun der Léierbud, well keng Ausbildung gemaach gëtt. An et wär natierlech besser, amplaz dass d’Leit bäibruecht kréien, wat hir Schwächten an hir Stäerkte sinn oder wéi se hei an do ausfëllen oder wéi se sech hei an do verhale mussen, wa se an e Virstellungsgespréich ginn, dass se géifen Aarbecht kréien. Wat also wichteg ass, ass, dass Aarbechtsplaze geschaf ginn an net dass d’Leit geléiert ginn, Demanden ze schreiwen, fir op eng Aarbecht ze goen. Et ass natierlech bedauerlech, dass an déi Richtung manner geschitt ass. Trotzdeem sollt een awer akzeptéieren, wat hei gemaach gëtt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Här Mangen.


3. ACTES ET CONVENTIONS ROBERT MANGEN (CSV):

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Buergermeeschter. De virleiende Contrat de bail ass a sech keng finanziell Belaaschtung fir d’Gemeng. Mir hunn op dësem Terrain d’Méiglechkeet, jugendlech Aarbechtsloser — hoffentlech och aus onser Gemeng — ze ënnerstëtzen. Ech soen Iech Merci.

Ech halen da mäi Privileg oprecht, fir als Leschten ze schwätzen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Ech hat Iech ganz vergiess.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP): Här Buergermeeschter, vun Zäit zu Zäit huelen ech mer de Privileg, net als Éischten ze schwätzen. Dat huet heiansdo seng Virdeeler. Ech kann dat hei am Numm vun der LSAP och nëmme begréissen. Mir schwätzen eng Cibel un. Déi Jonk, et gouf scho gesot, hunn et besonnesch schwéier, um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen. Hei gi si encadréiert. Si gi forméiert an op hirem Wee op den Aarbechtsmaart begleet. Mir bidden hinnen heimadder d’Méiglechkeet, beschtens virbereet ze sinn, herno eng Aarbechtsplaz ze fannen. Dofir ass déi Initiativ hei absolut ze begréissen. Da gouf schonn e puermol erwähnt, dass d’Gemeng Sue virstreckt. Och dat kann een einfach nëmmen unerkennen, dass se bereet ass, 250.000 Euro zur Verfügung ze stellen. Dat Geld wäert iwwer de Loyer zréckbezuelt ginn. Alles an allem ass dat hei eng luewenswäert Initiativ, déi hoffentlech an Zukunft hir Friichte wäert droen. D’LSAP wäert dat selbstverständlech matstëmmen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Här Diderich. Als Leschten.

Ech wollt soen, dass mir déi Initiativ jiddefalls begréissen. Natierlech ass et an et bleift bedauernswäert, dass d’Léierbud net méi do ass. Et ass elo e bëssen eppes anescht, mä esou wéi déi Plaz momentan benotzt gëtt, ass déi Kreatioun vun deem Formatiounszenter wichteg. An dat ënnerstëtze mir. Déi Fro, déi ech wollt stellen, ass: d’Déifferdenger Gemeng ass wahrscheinlech eng vun deene Gemengen, déi am allermeeschte CAEen astellt. Den Jobcenter këmmert sech drëm, dass déi och eng Formatioun kréien, wat jo ganz wichteg ass. Do hunn ech mer d’Fro gestallt, awéiwäit sech Synergie-Méiglechkeeten erginn duerch de COSP? Et muss een ëmmer kucken, wat de Besoin vun der jeeweileger Persoun ass an dee Moment, wat de COSP offréiere kann. Heiansdo si vläicht Saachen derbäi. Sinn elo aner Méiglechkeete do wéi virdrun? Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech wäert dorobber äntweren an Iech soen, datt et selbstverständlech esou ass, datt de COSP versiche wäert, Synergië mam Jobcenter ze fannen an och ëmgekéiert. Eise Service technique schafft scho mam CIGL zesummen. Do kann een zum Beispill e Gabelstaplerdiplom maachen. Et ass och esouwäit vum COSP aus geduecht, wou ech am Verwaltungsrot sinn, eventuell konkret Aarbechte mat eise Gäertner ze maachen. Well et ass vill méi flott fir e Jonken, eppes dobaussen ze maachen, wou een duerno gesäit, wat ee gemaach huet, wéi wann een eppes am Atelier mécht a mëttes um zwou erëm muss ewechhuelen. Déi Zesummenaarbecht wäert an deenen nächste Méint stattfannen. Eis war et iwwerhaapt emol wich-

65

ROBERT MANGEN (CSV) constate que le contrat de bail n’aura pas d’impact sur les finances communales. En plus, la commune peut soutenir de jeunes chômeurs. Roberto Traversini (déi gréng) avait oublié de donner la parole à M. Hobscheit.

PIERRE HOBSCHEIT (LSAP) plaisante que de temps en temps, c’est un privilège de ne pas parler en premier. Les jeunes ont souvent du mal à prendre pied dans le monde du travail. Le COSP les encadre et leur offre une formation. Ainsi ils seront préparés pour rechercher un emploi. Le conseiller communal salue le fait que la commune préfinance 250 000 euros. Cette somme sera remboursée à travers le loyer. L’orateur espère que cette initiative portera ses fruits.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) cède la parole à M. Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) conserve le privilège d’être le dernier orateur. Il regrette bien entendu que la «Léierbud» ait fermé ses portes. Le COSP propose quelque chose de différent, mais qui est malgré tout important. déi Lénk soutient le projet. Differdange est une des communes qui recrute le plus de CAE. Le Job Center veille à ce que ces personnes reçoivent aussi une formation, ce qui est très important. Existe-t-il des possibilités de synergies avec le COSP? Il faut analyser les besoins du demandeur d’emploi et ce que le COSP peut lui offrir. Il peut y avoir des offres adaptées.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) estime évident que le COSP recherchera des synergies avec le Job Center. Le service technique collabore par exemple déjà avec le CIGL. Le bourgmestre fait partie du conseil d’administration du COSP Des réflexions sont en cours dans le domaine du jardinage. Pour les jeunes, il est intéressant de créer quelque chose qui restera exposé à l’extérieur. La collaboration débutera dans quelques mois. Dans un premier temps, il était important de faire venir le COSP à Differdange. Cela n’a pas été facile. Le collège échevinal a dû entreprendre de nombreuses démarches. Tout ce qui peut aider les jeunes à trouver du travail est important.


3. ACTES ET CONVENTIONS / 4. PERSONNEL COMMUNAL FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) profite du privilège de l’âge, qui l’autorise à parler en dernier. Il félicite le collège échevinal pour sa vocation sociale. Comme M. Ruckert et M. Diderich, il regrette ce qui est arrivé à la «Léierbud». Il faut fustiger la mentalité d’ArcelorMittal et leur dire que la commune a mal pris leur décision.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle que tous les partis ont voté une motion dans ce sens, mais sans obtenir le résultat escompté. (Vote) Roberto Traversini passe à une adaptation de l’organigramme. Il y en aura une deuxième avant les grandes vacances ou à l’automne. La raison pour laquelle la commune ne peut pas réaliser plus de travaux en interne a déjà été abordée: ce n’est ni un manque de volonté ni de savoir-faire, mais un manque de temps. Deux créations sont prévues au département technique auprès des agents techniques et des agents municipaux. D’autres modifications concernent les carrières. Ainsi, un artisan qui avait été recruté comme ouvrier obtiendra finalement un poste correspondant à ses qualifications. Et ceux qui roulent en camion toute la journée seront enfin payés comme chauffeurs. Bref, les personnes qui réalisent un travail spécifique et qui ont les qualifications requises doivent recevoir un salaire qui correspond à leur tâche. L’ouvrier en question travaille comme électricien au service culturel. Il fait bien son travail. Il a un CATP. C’est pourquoi il est reclassé en artisan. Au cours de l’année, d’autres postes vont être créés. Differdange compte 24 300 habitants et certains services doivent être renforcés.

teg, datt de COSP heihinner kënnt. An ech kann Iech verroden, datt dat net esou einfach war, wéi et um Pabeier ausgesäit. Mir hunn als Schäfferot wierklech vill Démarchë geholl, fir dat ze erreechen. Mä selbstverständlech mussen déi Synergië gemaach ginn. Alles wat ënnerholl gëtt, datt déi Jonk eng Plaz fannen, ass gutt gemaach. Da géife mer zum Vote kommen. Den Här Schwachtgen. Ech vergiessen Iech haut oft, ech weess net firwat.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech hunn de Privileg vum Alter, fir dann och emol als Leschten ze schwätzen. Et bleift mer nëmme just ze soen, dass ech dem Schäfferot félicitéieren a senger sozialer Vocatioun, dass mer effektiv déi Léierbud mat neiem Liewe fëllen. Ech ginn net weider an d’Detailer. Fir de Rescht ginn ech dem Här Ruckert an dem Här Diderich recht, wat d’Analys vun der aler Léierbud ubelaangt, wat mer alleguer hei ronderëm den Dësch bedauert hunn. Mir sollen esou eng Mentalitéit wéi déi vun deem risege Konzern fustigéieren an och kloer soen, dass mer dat ganz schlecht verdaut hunn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech wëll just soen, datt do all Partei enger Meenung war, well mir eng Motioun gestëmmt haten, fir eis dogéint ze wieren. Mä dir gesitt jo d’Resultat. Mir kommen zum Vote. Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver le contrat de bail avec le Centre d’orientation socioprofessionnelle dans l’ancienne école professionnelle de Differdange.

66

Da géife mer zum véierte Punkt kommen: eng Adaptatioun vum Organigramm. Mir plangen nach eng am Hierscht oder vläicht scho virun der grousser Vakanz. D’Zil ass op alle Fall zweemol am Joer en Organigramm ze adaptéieren. An deem heite fanne mer e puer Saachen erëm, wouriwwer mer scho virdrun diskutéiert haten, firwat mer verschidde Saachen net an eege Regie maachen. Dat ass net, well eis Leit dat net kënnen oder wëllen, et ass einfach, datt eis Leit keng Zäit hunn. Am Département technique sinn zwou Kreatioune vu Posten. Bei Agents techniques a bei Agents municipaux. Mir hunn der just zwou virgesinn. Et wäerten awer nach e puer Ännerunge kommen, wou eenzel Aarbechter an Handwierkscarrièrë gesat ginn, wéi der am «Parc automobile» feststelle kënnt. Do hu mer e ganz gudden Handwierker, deen als Aarbechter agestallt ass. Mir sinn der Meenung, datt een dee Poste kréie soll, deen der Qualifikatioun Rechnung dréit. Dofir gi mer vu véier Artisanen op fënnef erop. Datselwecht maache mer bei de «Manoeuvres», déi dann Aarbechter ginn. Dat ass dann eng Carrière 0. Déi ginn dee Moment méi héich gesat. An och déi Leit, déi wierklech vill mam Camion fueren, sollen als Chauffer bezuelt ginn. Wéi gesot, mir versichen hei déi Leit, déi méi eng héich qualifizéiert Aarbecht maachen, an déi Qualifikatiounen hunn, och deementspriechend ze bezuelen. Bei den Avise gesitt der, datt mer am Service culturel e Posten als Handwierker kreéiert hunn. Dat war en Aarbechter. Dee Mann war Elektriker. Do hu mer gesot — vu datt e seng Aarbecht extrem gutt mécht an en e CATP huet —, datt en en Artisan gëtt. Et ass vläicht falsch verstane ginn. Mir hunn kee Poste suppriméiert. Mir hunn e Poste vun Ouvrier ëmklasséiert als Artisan. Wann do Froe sinn, sti mer ganz gär Ried an Äntwert.


4. PERSONNEL COMMUNAL Mir wäerten am Laf vum Joer nach deen een oder deen anere Poste musse schafen. Wéi gesot, mir si bei ronn 24.300 Awunner. Do wäert wahrscheinlech deen een oder deen anere Service mussen opgestockt ginn. Mä dat hei ass elo emol dat, wat mer iech haut proposéieren. Här Ruckert. Haut geet et drunter und drüber.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, ech sinn net gewinnt, als Éischten hei d’Wuert ze kréien. Ech wëll vläicht op den Avis vun der Personaldelegatioun vun de Beamten zréckkommen, deen Der bei den Organigramm derbäigeluecht hutt. Do geet rieds dervun, dass verschidde Posten net esou séier géifen ersat ginn, wéi dat méiglech wär. Kënnt Der eis dat vläicht erklären? An et gëtt och dra gefrot, ob d’Delegatioun, déi intern Organigramme vun deenen eenzelne Servicer kréie kéint. Des Weideren ass eng Kritik do, wou drun erënnert gëtt, dass d’Delegatioun eigentlech scho misst, éier den Organigramm ausdiskutéiert gëtt, dermat befaasst ginn an net eréischt wann e fäerdeg ass. Wéi äussert Der Iech dozou?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ma ganz gutt. D’Delegatioun huet net iwwerall recht. Mir versichen, dat esou schnell ewéi méiglech an Ugrëff ze huelen. Ech muss Iech allerdéngs soen, iwwer d’Personaldelegatioun si mer scho laang mat den Diskussiounen amgaangen. Déi eng wëllen hei e Posten, déi aner wëllen do e Posten. An dat geet scho wierklech während Wochen. Mir haten eis souguer eng Kéier e ganze Samschdeg Moien dohigesat, fir iwwer den Organigramm ze schwätzen. Et gëtt op alle Fall net einfach, well soubal een eng Persoun astellt,

spiert een dat am ordinäre Budget. Dofir soll ee ganz gutt oppassen, wat ee mécht. Mir huelen eis vir, d’Delegatioun an Zukunft méi mat anzebannen. Se kann effektiv e puer Wochen éischter informéiert ginn. Fir op den Avis zréckzekommen, deen Der ugeschwat hutt, firwat verschidde Posten heiansdo opbleiwen, erkläert sech dat doduerch, datt mer intern fir d’Éischt kucken, ob et sënnvoll ass, een ersetzen ze loossen, oder ob een net eng Ëmstrukturéierung mécht, wéi Der dat deelweis am Organigramm noliese kënnt. Do verginn Deeg a Wochen, bis ee sech organisatoresch opgestallt huet, bis mer ausgeschriwwen hunn, bis Virstellungsgespréicher waren. Wat zimlech vill zäitopwänneg ass. Et ass awer sécher net gewollt. Et ass kee schlechte Wëllen. Op alle Fall spieren ech dat net esou. Et ass duerch Zäitmangel, wou Saache sech op eemol verzéien. Deen ee geet an d’Pensioun oder dee wiesselt de Service an dann dauert et wierklech Wochen a Méint, bis do en Ersatz fonnt ginn ass. Mir huelen eis dat zu Häerz. A mir wäerte versichen, nach méi Efforten ze maachen. Ech maachen hei am Fong geholl e mea culpa. Ech huelen déi Fuerderungen un a mir wäerte versichen do besser ze reagéieren, wéi dat bis elo de Fall war. Am grousse Ganzen, muss ech awer soen, datt mer e gutt Fonctionnement hunn. An et ass esou, dass déi eenzel Tâchen an de Servicer vun de Chefs de service opgedeelt ginn. Dofir wonnert dat mech e bëssen. Ech si mer och bewosst, dass den Här Muller, den Här Liesch, den Här Bertinelli an den Här Tom Ulveling gäre wéilte wëssen, wéi dat vir sech geet. Do musse mer elo kucken, wéi mer dat maachen. Mä den internen Organigramm gëtt, all Kéiers mat de Chefs de service diskutéiert. Da musse mer derfir suergen, datt déi Informatiounen dee Moment och un d’Delegatioun weidergeleet ginn. Här Mangen.

67

ALI RUCKERT (KPL) n’est pas habitué à parler en premier. Il revient sur l’avis de la délégation du personnel, qui se plaint que certains postes ne soient pas remplacés aussi rapidement que possible. Pourquoi? La délégation demande aussi l’organigramme interne des services. Elle souhaite aussi être consultée avant que l’organigramme ne soit terminé.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que la délégation n’a pas toujours raison. Les discussions durent parfois longtemps. Certains veulent créer un poste dans tel service, d’autres dans tel autre. Il y a même eu une réunion un samedi matin pour discuter de l’organigramme. Ce n’est pas facile, parce que chaque recrutement a un impact sur le budget ordinaire. Il faut donc rester vigilants. Mais il est vrai que la délégation aurait pu être consultée quelques semaines plus tôt. Si certains postes restent vacants un certain temps, c’est parce que le collège échevinal vérifie d’abord s’il convient de procéder à un remplacement ou à une restructuration. Il faut des semaines pour lancer l’appel à candidatures, organiser les entretiens, etc. Ce n’est pas une question de mauvaise volonté. Mais quand quelqu’un part à la retraite, il faut parfois des mois avant que l’on trouve un remplaçant. Le bourgmestre essaiera de réagir au sujet des doléances de la délégation. Cependant, le système fonctionne bien. En outre, ce sont les chefs de service qui répartissent les tâches. Le collège échevinal devra voir comment procéder. Ce qui est sûr, c’est que l’organigramme est toujours discuté avec les chefs de service. Il faut ensuite que la délégation reçoive les informations.


4. PERSONNEL COMMUNAL ROBERT MANGEN (CSV) estime que le collège échevinal est responsable de la gestion du personnel. Il y aura toujours des divergences entre le personnel et le collège échevinal. C’est normal et productif. Mais il ne faut jamais blesser personnellement quelqu’un. Malheureusement, dans un monde qui va vite et avec une population en augmentation, le personnel ne connaît pas de répit. Le collège échevinal ferait bien de se renseigner sur le déroulement du travail dans les différents services. Le conseiller communal se souvient avoir écrit une lettre à l’ancien collège échevinal en juillet 2012 concernant l’absence prolongée d’une secrétaire et les problèmes que cela entraînait. Lorsque le responsable du service recette est tombé malade, cela a aussi eu des conséquences. Dans la troisième ville du pays, les absences entraînent des difficultés. C’est pourquoi l’orateur propose de créer l’un ou l’autre poste multitâche afin d’intervenir lorsque quelqu’un est absent. Bien sûr, cela coûte de l’argent, mais dans une commune, le travail doit se faire en permanence.

PASCAL BÜRGER (DP) rappelle que lors du dernier vote, les démocrates n’avaient pas approuvé l’organigramme, car ils estimaient que les charges de travail dans certains services augmenteraient fortement et que les tâches ne pourraient plus être effectuées. Lorsque Pascal Bürger voit les lettres jointes à l’organigramme, il se rend compte que le DP n’avait pas tort. Pourtant, il fait confiance au collège échevinal afin de résoudre les problèmes. Cette fois-ci, les démocrates approuveront l’organigramme tout en signalant qu’ils avaient anticipé les problèmes.

ROBERT MANGEN (CSV): Merci, Här Buergermeeschter. Ech wollt e puer allgemeng Remarquë maachen. De Schäfferot ass verantwortlech iwwer e grëndlechen a legalen Oflaf vun diversen Tätegkeeten an der Gemeng. Hien ass also och fir d’Féierung vum gesamte Personal zoustänneg. Och an onser Gemeng gouf et, a ginn et, Differenzen a Meenungsverschiddenheet zwëschen dem Personal an dem Schäfferot. Eng gewëssen Onstëmmegkeet ass mënschlech a kann duerchaus zu enger brauchbarer Ureegung féieren. Et sollt een awer ni säi Personal perséinlech verletzen oder bloussstellen. E géigesäitege Respekt ass d’Viraussetzung fir en harmoneschen Aarbechtsoflaf. Leider, an der jëtzeger schnelllieweger Zäit, huelen d’Ufuerderungen un onst Gemengepersonal stänneg zou an de Populatiounszouwuess gëtt keng Aarbechtsentlaaschtung. De Schäfferot wär gutt beroden, déi verschidden Aarbechtsofleef an deene jeeweilege Servicer ze hannerfroen a sech fir genuch Personal an eng onkomplizéiert Aarbechtsgestaltung anzesetzen. Ech wëll dann op e Bréif zréckkommen, deen ech dem viregte Schäfferot geschéckt hat am Juli 2012, wou ech am Office social dervu betraff gouf, wou d’Sekretärin krank ginn ass a mer do op eemol relativ staark Problemer hate mam Oflaf, deen dunn awer Gott sei Dank duerch aner Leit opgefaange gouf. Dat kann egal a wat fir engem Service an onser Gemeng passéieren. Dee Fall hate mer an de Recetten, wou d’Haaptpersoun relativ laang krank war, wou och deelweis e puer Problemer woren. Mir sinn déi drëttgréisste Gemeng hei am Land. Dat gëtt eng Méibelaaschtung fir d’Personal. Wann et eng Kéier zu engem Ausfall kënnt, si Schwieregkeete virprogramméiert. Ech géif dëse Schäfferot vläicht invitéieren, nach eng Kéier doriwwer nozedenken, fir een oder zwee Poste vu Multitasking ze schafen — et ass natierlech finanziell ganz

68

schwiereg —, déi asprange kéinten, am Fall wou et zu engem Ausfall vun engem Poste clé géif kommen. Well et gëtt sécherlech dee Moment net einfach fir d’Personal an de Service. Mä ech mengen, verschidden Ofleef an enger Gemeng musse reibungslos fonctionnéieren, dat ass wichteg. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci Här Mangen. Dir hutt d’Wuert Här Bürger.

PASCAL BÜRGER (DP): Merci Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, beim leschten Organigramm, dee mer hei am Gemengerot gestëmmt haten, hat d’Demokratesch Partei mat Nee gestëmmt an drop higewisen, dass a verschiddene Servicer — eventuell duerch d’Ëmstrukturéierung — d’Charge de travail därmoosse géif zouhuelen, dass déi Aarbecht am Fong geholl net méi ze packe wier. Mir kucken elo op déi Bréiwer, déi zu dësem Organigramm erakomm sinn a mierken, dass mer mat eisen Argumenter net onbedéngt falsch louchen. Mir wäerten awer nach eemol Vertrauen an de Schäfferot setzen an ëm just mat op de Wee ginn, déi Problemer ze léisen. Dës Kéier stëmme mer den Organigramm mat. Awer mat der Opluecht, dass mer d’leschte Kéier do virdru gewarnt haten. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bürger. Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Merci, Här Buergermeeschter. Ech hätt e puer Froen zum Organigramm. Am Avis vun der Salariés-Delegatioun sinn déi Froen, déi gestallt


4. PERSONNEL COMMUNAL ginn, elo net vun Iech beäntwert ginn. Nodeem ee Poste vum Service Urbanisation et domaines an de Service culturel eriwwerkomme soll, gi parallel zwee Posten ofgeschaf. Dat heescht et ass ee Poste manner.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dir kritt d’Erklärungen. Dat ass net richteg.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Do ginn awer vill Iwwerstonne geleescht.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Dat anert ass am Service Jardinage, wou e Poste vun engem Salarié handicapé geschaf gëtt, wat ech positiv fannen. Wou ech dann…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech hat dat vergiess ze ernimmen.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): …wollt nofroen, wou mer dru sinn. Et ginn nämlech legal Richtlinnen, un déi ee sech soll halen, wat awer kee Mënsch zu Lëtzebuerg — also net vill Betriber an och d’Main publique net oft — mécht. Do ass e Pourcentage, dee mer musse respektéieren. Dofir wollt ech froen, wou mir als Déifferdenger Gemeng do dru sinn? Jiddefalls begréissen ech, dass e Schrëtt an déi Richtung gemaach gëtt. Ech wëll awer och drop hiweisen — wat d’Salariés-Delegatioun hei

ganz richteg seet —, dass nom Kollektivvertrag een net onbedéngt e Salarié handicapé an d’Carrière manoeuvre setze muss. Dat hänkt dee Moment vun der jeeweileger Persoun of, wéi dat adaptéiert gëtt. Doriwwer wéilt ech gäre méi gewuer ginn.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) constate

Dann hätt ech eng Nofro ze stelle beim Département scolaire et de l’enfance. Do steet bei «Transfert de postes», datt zwee Éducateurs gradués vu der Maison relais an de Service administratif sollen eriwwergoen. Esouwäit ech weess, hu mer do am Moment eng Éducatrice graduée schaffen. Wann der do zwou bäikommen, wäre mer op dräi Éducatrices graduées am Service administratif. Am Organigramm stinn awer zwee Posten. No menger Rechnung, kommen ech op dräi. Dofir wollt ech nofroen, wéi de Sachverhalt ass? An ob mer der dräi bräichten? Dat géif ech a Fro stellen.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG)

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir schafen eng Plaz fir ee mat engem Handicap. Dat kënnt dohier, well mer eng Persoun haten als CAE, déi mer och wollte bei eis halen. Mä dunn huet d’Saach sech verkomplizéiert. Obwuel ech drop bestanen hat, kënne mer déi Persoun leider, bedéngt duerch eis aktuell Situatioun – mir kënnen an der net ëffentlecher Sitzung vläicht doriwwer schwätzen – net halen. Ech sinn der Meenung, datt Stad Déifferdeng nach méi Responsabilitéiten an deem Beräich huele muss. Et ass scho vill geschitt, awer nach net genuch. D’Virschrëft seet, dass mer musse 5% erreechen, wat net de Fall ass. Mä dat huet awer vill Ursaachen. Zum Beispill duerch Reklassementer, oder datt d’Leit sech dee Statut net ufroen. An et kann ee kee forcéieren, esou e Statut unzefroen. Mir versichen nach zousätzlech Plazen ze schafen, well et eis wichteg ass, datt een deene Leit eng Chance gëtt eng Aarbechtsplaz ze fannen. Dofir maache mer dat.

69

que le bourgmestre n’a pas répondu aux questions posées par la délégation des salariés. Un poste du service urbanisation sera transféré au service culturel. Parallèlement, deux postes sont supprimés. Il y a donc une suppression de poste.

répond que ce n’est pas correct.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) insiste sur le fait que beaucoup d’heures supplémentaires sont prestées.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) concorde.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) se réjouit de la création d’un poste pour un salarié handicapé dans le service jardinage.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) avait oublié de le mentionner.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rappelle qu’il existe des directives dans ce contexte, mais que pratiquement personne au Luxembourg ne s’y tient. Il y a un pourcentage à respecter. Où en est Differdange? En tout cas, le conseiller communal salue les efforts réalisés dans ce sens. Il signale par ailleurs que d’après le contrat collectif, un salarié handicapé ne doit pas nécessairement être engagé dans la carrière manœuvre. Cela dépend des cas. En ce qui concerne le département scolaire, l’orateur constate le transfert de deux éducateurs gradués de la maison relais vers le service administratif. À l’avenir, il y aurait donc trois éducatrices graduées au service administratif. L’organigramme ne parle pourtant que de deux postes. Qu’en est-il? ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) revient sur le poste pour une personne handicapée. En fait, la commune souhaitait garder un employé sous CAE. Malheureusement, cela s’est révélé impossible. Le bourgmestre y reviendra dans la séance non publique. La Ville de Differdange doit prendre ses responsabilités dans le domaine des personnes handicapées. Selon les directives, elle doit atteindre 5 %, mais elle n’y est pas parvenue. Il y a plusieurs raisons à cela et notamment le fait que certaines personnes ne demandent pas ce statut. En tout cas, la commune créera davantage de postes de ce type, pour permettre aux personnes handicapées de trouver un travail.


4. PERSONNEL COMMUNAL Le collège échevinal est conscient des heures supplémentaires prestées. Roberto Traversini rappelle cependant que la commune a procédé à un backsourcing des femmes de ménage. Il faut donc faire attention, car cela a un impact sur le budget. Ce qu’a dit M. Mangen est correct. Mais quand un employé tombe malade, on ne sait pas quand il reviendra. Ensuite, le remplacer immédiatement pourrait lui donner l’impression qu’il devient inutile. L’aspect humain ne doit pas être négligé et c’est pourquoi il faut rechercher une solution avec la personne concernée. En général, cela fonctionne bien. Mais cela implique généralement aussi des heures supplémentaires pour ceux qui restent. En plus, on ne sait pas à l’avance si la même charge de travail pourra être remplie ou pas. Il est donc difficile de réagir immédiatement. La Ville de Differdange devra recruter du personnel afin de continuer à proposer tous ses services. Mais le budget ordinaire en pâtira. Il faut que le conseil communal en soit conscient. Des recrutements ont d’ailleurs eu lieu dans les structures d’accueil. M. Liesch y reviendra tout à l’heure.

TOM ULVELING (CSV) juge évident que l’on ne puisse pas remplacer du jour au lendemain deux employés qui s’en vont. En plus, les personnes recrutées ne sont pas disponibles immédiatement puisqu’elles doivent aller à l’Inap. Ainsi, le service culturel ne sera au complet qu’à partir de l’année prochaine. C’est ce qui cause des problèmes. Le poste vacant qu’a mentionné M. Diderich est en fait un transfert de l’ancien hôtel de ville au CID. La personne en question dispose d’un diplôme d’artisan, mais travaillait comme ouvrier. Elle a donc demandé un changement de carrière.

Wat de Service culturel ubelaangt, wäert den Här Ulveling herno drop äntweren. Zu den Iwwerstonnen, déi eis Leit maachen, ass dat eis duerchaus bewosst. Dann erënneren ech op dëser Plaz drun, dass mer déi sämtlech Botzfraen aus de Privatbetriber eriwwergeholl hunn. Wat jo och net näischt ass. Et muss een dat Ganzt e bësse bremsen a kucken, datt ee Leit astellt, wou et wierklech néideg ass. Well dat belaascht automatesch de Budget. Mir kënnen net bis an d’Onendlecht goen. Wat den Här Mangen gesot huet, ass richteg. Mä huele mer emol d’Situatioun, wou effektiv eng Persoun ausfält. Éischtens weess een net wéini, déi erëmkënnt. Dann ass et schwéier een aneren dohinner ze setzen. An zweetens wëll ee kee brüskéieren. Net datt op eng Kéier d’Gefill opkënnt, net méi gebraucht ze ginn. Et ass dat Mënschlecht, wat mir hei immens wichteg ass an ech dee Moment versiche mat de Leit zesummen eng Léisung ze fannen. A bis elo, muss ech soen, ass dat ëmmer zimlech gutt gaangen. Ech weess och, datt d’Leit ronderëm vill Iwwerstonne musse maachen. Mä et ass, wéi gesot, ganz schwéier, wann een net weess, wéini eng Persoun zréckkënnt oder ob genau déiselwecht Aarbecht ka gemaach ginn oder net. Soubal een dat weess, kann een och reagéieren. Do spillt fir mech awer dat Mënschlecht nach ëmmer eng immens grouss a wichteg Roll. Dass ech d’Personal froen, eng Zäitchen op d’Zänn ze bäissen. Net fir mech, mä par rapport zum betraffenen Aarbechtskolleeg. Mir mussen deemnächst nach Leit astellen. Do komme mer net derlaanscht. Vu datt mer wuessen a mer gären déi Servicer ubidden, déi mer mussen ubidden. Mä et sief gewosst, datt eisen ordinäre Budget wäert dorënner leiden. Dat ass esou. A jiddwereen hei ronderëm

70

den Dësch, weess dann ëm wat et geet. Ech wëll net, datt d’Leit nëmmen Iwwerstonnen drummen. Dann hunn ech grad esou gär, mir stellen nach Leit an. Dat hu mer iwwregens an de Structures d’accueil gemaach. Mir hu fest Kontrakter ginn. Den Här Liesch wäert Iech méi zu deenen zwou Erzéierinne soen. Virdru ginn ech dem Här Ulveling d’Wuert, fir iwwer den Département culturel Erklärungen ze ginn. Här Ulveling.

SCHÄFFEN TOM ULVELING (CSV): Jo, Merci. Ech wëll och nach eppes zu den Iwwerstonne soen, déi Der ugeschwat hutt. Et ass kloer, dass, wa kuerzfristeg zwee Leit fortginn, een déi net vun haut op muer ersat kritt. Déi Leit, déi mer astellen, komme fir d’Éischt an den Inap. Déi sinn net direkt disponibel, obwuel mer se agestallt hunn. Am Fall vum Service culturel wësse mer, dass mer e bëssen op der Felg fuere bis Enn dës Joers. Duerno si mer erëm voll besat an da kënne mer och erëm richteg fueren. Mä et ass awer leider esou, wann deen neien nach keen Examen huet, muss en op den Inap goen. Dann ass e fir véier fënnef Méint net do. A wann een der zwee esou huet, dann ass dat e klenge Problem. Dat, wat Dir ugeschwat hutt, Här Diderich, ass nëmmen den Transfert vun engem vakante Posten, deen doduerch entstanen ass, dass eng Persoun aus dem Stadhaus eriwwergewiesselt ass an de CID. A well mer am Centre culturel eng Persoun schaffen hunn als Ouvrier mat Diplom als Artisan an déi gefrot hat, fir déi Carrière kënnen ze kréien, hu mer dee Switch gemaach. Et ass keng nei Kreatioun, mä et ass éischter e Switch. Fir déi Persoun, déi am Stadhaus feelt, ze ersetzen, si mer nach amgaangen eng nei ze sichen. Do musse mer nach kucken, wien dohinner kënnt. Merci.


4. PERSONNEL COMMUNAL BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): An der Séance non publique komme mer nach eng Kéier drop zréck. De Posten am Service culturel wäert erëm besat ginn. Mir sinn eis bewosst, datt mer eppes mussen ënnerhuelen, mä an engem verstännege Mooss. Den Här Schwachtgen. Jo, gären.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Ech hunn eng Fro un de Schäfferot. Ech gesinn hei, dass d’Agents municipaux u sech um Département technique hänken.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Circulation, Voirie an esou virun. Dat ass mer kloer. Ech gesinn awer de Service vun den Agents municipaux och op anere Plazen, notamment am Service écologique, Jardinage. Kéinte mer déi Agenten net méi polyvalent asetzen, fir do och e Switch ze maachen, dass een do eng Koordinatioun zwëschen den eenzelne Servicer kéint kréien? Ech weess net, wat fir eng Iwwerleeungen dozou scho gefouert goufen. Wéi kéint déi zukünfteg Opdeelung vun deenen Agents municipaux virgeholl ginn hei an der Gemeng?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Den Här Liesch gëtt nach eng Äntwert op dem Här Diderich seng Froen. An den Här Bertinelli streckt schonn de Fanger aus, fir och ze äntweren, well hie mat responsabel vun den Agents municipaux ass. Et wëll net heeschen, wa se an en-

gem Departement sinn, datt se net mat aneren Departementer kënnen zesummeschaffen. Dat Ganzt kéint soss net funktionéieren. Wann den Département technique net géif mam Département écologique a mam Service Régie schaffen, géif dat net goen. Den Här Diderich hat nach eng Fro un Iech gestallt, Här Liesch.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) propose de revenir sur ce point dans la séance à huis clos. Le poste vacant au service culturel sera bientôt occupé. Le collège échevinal sait qu’il doit intervenir.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) constate que les agents municipaux dépendent du département technique.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) le confirme.

SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Mir hunn effektiv zwou Éducatrices graduées an eisem Service Maisons Relais fir d’Structures d’accueil. Dat sinn déi zwou, déi bei Service administratif stinn. Et ass awer esou, dass déi eng Éducatrice graduée, déi Der ugeschwat hutt, déi Haaptresponsabel ass fir de Kornascht. Si sëtzt bei eis uewen um Stack. Am Organigramm steet d’Zuel dräi bei Structures d’accueil, Foyer du jour. Mä déi Haaptpersoun sëtzt uewen an eisem Service. Dat heescht, mir hunn am Fong all eis responsabel Leit am Gemengenhaus, souwuel wat d’Schoulen, d’Maisons Relaisen an de Foyer du jour Kornascht ubelaangt. Déi sinn hei am Gebai, fir dass mer se och direkt bei Hand hunn, wa mer hiert Wësse brauchen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Här Bertinelli.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Jo, ech wollt dem Här Schwachtgen äntweren. Also zwësche mech an den Här Liesch geet kee Blat Pabeier méi. Ech wollt Iech awer soen, datt dat mat eise Bannhidder e Pilotprojet ass, dee mer dëst Joer ausprobéieren. Datt mer dat maachen, fir elo net direkt Personal mussen anzestellen, vu datt mer immens vill Changementer am Verkéier hunn, iwwerall Quartiers résidentiels maachen, an eis Leit do brauchen.

71

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) se demande si les agents municipaux ne pourraient pas être utilisés de manière plus polyvalente. Des réflexions ont-elles déjà été menées dans ce contexte? Ne faudrait-il pas revoir la répartition des agents municipaux?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) explique que M. Liesch et M. Bertinelli répondront aux questions posées. Que les agents municipaux fassent partie d’un département ne signifie pas qu’ils ne collaborent pas avec d’autres. Le département technique travaille avec le service écologique et les services de régie.

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) explique que la commune dispose de deux éducatrices graduées dans le service des maisons relais. Celle mentionnée par M. Diderich est la responsable du Kornascht. Elle travaille à la mairie, tout comme les responsables des écoles et des maisons relais.

FRED BERTINELLI (LSAP) précise que le projet des gardes champêtres est un projet pilote dans le cadre des nombreuses modifications de circulation dans la commune. L’orateur et M. Liesch en ont discuté et ont décidé de recourir à des gardes champêtres au printemps.


4. PERSONNEL COMMUNAL Il est évident que les différents services peuvent collaborer. Dans une première phase, il s’agira de voir comment cela fonctionne, afin d’éviter de recruter trop de personnel. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe à la fixation d’emplois dans le cadre fermé. Pour plus de détails, les conseillers communaux peuvent s’adresser à la délégation et à M. Krecké.

HENRI KRECKÉ (SECRÉTAIRE COMMUNAL) répond qu’il ne représente pas la délégation.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) estime que la commune est comme une grande famille. (Vote) Roberto Traversini passe au point suivant. Il rappelle que le collège échevinal a décidé de protéger les maisons unifamiliales. Le délai pour déposer des réclamations est passé. Le PAG pourra être approuvé dans les semaines à venir. Cette protection ne touche pas toutes les rues. C’est pourquoi certains propriétaires ont demandé que leurs maisons soient aussi protégées. Le bourgmestre se réjouit de ce que les citoyens s’intéressent à la préservation du patrimoine. L’orateur estime que la protection des maisons unifamiliales devrait tenir à cœur à tous les conseillers communaux. Lors du vote, ceux-ci devraient laisser de côté les considérations politiques.

Doropshin hunn den Här Liesch an ech eis zesummegesat — mir sinn awer nach ganz am Ufank — fir am Fréijoer d’Bannhidder anzesetzen. A mir wäerten nach weider doru schaffen. Natierlech ass dat kee Problem. Déi verschidde Servicer kënnen aneneen iwwergräifen. Déi kënnen zesummeschaffen. Dee Programm, dee mer opgestallt hunn, leeft vum Fréijoer un. Deen ass esou opgestallt, datt ëmmer ee Service ënnerwee ass. All Woch en aneren. Déi eng ginn op de Bierg Bannhiddersaarbechte maachen, anerer Kontrollen an esou weider. Wéi gesot, dat hei ass emol eng Pilotphas, wou mer kucken, wéi dat fonctionnéiert. Spéider gi mer op de Wee, wou d’Leit definitiv an eng Spart gesat ginn. Mä am Moment kucke mer, wéi dat fonctionnéiert, fir keng Leit anzestellen. Net datt ee vläicht herno Leit ze vill huet oder net genuch. Dofir wollte mer dëst Joer emol dee Pilotprojet starten an herno weider kucken. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Da géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver diverses adaptations au niveau de l’organigramme.

An dësem Punkt geet et ëm d’«Fixation des emplois différents. Fonction – cadre fermé». Dat ass de Cadre fermé, wou mer ëmmer mussen eisen Accord ginn. Wann der méi spezifesch wësse wëllt, wéivill Leit a wéi engem Grad sinn a wéivill Kadere mer hunn, ass eis Delegatioun — den Här Krecké — ganz gär bereet, iech dat ze erklären.

72

GEMENGESEKRETÄR HENRI KRECKÉ: Ech sinn net Delegatioun.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir si jo eng grouss Famill hei. Da kënnt der Detailer kréien. De Schäfferot ass der Meenung, datt de Cadre fermé richteg ass. A mir wäre frou, wann der deen esou dann och kéint stëmmen. Mir kommen zum Vote. Le conseil communal décide à l’unanimité la fixation des emplois des différentes fonctions du cadre fermé pour les diverses carrières des fonctionnaires communaux.

Gutt. Da komme mer zu engem Sujet, deen nach méi wéi eng Kéier wäert kommen. Dir wësst, datt mer d’Eefamilljenhaiser bal esou gutt wéi geschützt hunn. Den Délai ass ofgelaf, fir Reklamatiounen eranzegi beim Ministère. Et ware fir d’éischt dräi Persounen, déi reklaméiert haten. Dann eng. An déi huet kee Gebrauch vun hirem Recht gemaach. Soudatt an deenen nächste Wochen d’Approbatioun vun eisem neie PAG wäert kommen. Do ware verschidde Stroossen, déi nach net direkt geschützt waren. An hei ass esou eng Strooss, wou d’Proprietairë selwer wëllen, datt hir Haiser geschützt sinn. Ech muss soen, datt ech extrem frou sinn, datt mer Bierger a Biergerinnen hunn, déi och um Patrimoine festhalen. An et héiert een dorëmmer, datt nach aner Haiser solle geschützt ginn, datt d’Proprietairen oder eis Awunner amgaange sinn, dat eranzereechen. Ech ka mech deem nëmmen uschléissen. De Schutz vun den Haiser läit mir grad esou um Häerz, wéi eise Bierger. An ech mengen, fir jiddereen heibanne kënnen


5. INVENTAIRE SUPPLÉMENTAIRE DES MONUMENTS NATIONAUX ze schwätzen. Ech géif mer op alle Fall wënschen, datt, wa mer iwwer esou wichteg Décisiounen ofstëmmen, net de parteipoliteschen Interessi eng Roll soll spillen. Well hei geet ëm d’Erhale vun eisem Patrimoine, wat vun enormer Bedeitung ass. Fir mech ass dat kloer. Da kucke mer, wat d’Zukunft bréngt. Hei hu mer eng Famill, Här Muller, déi gär hätt, datt hir Haiser op den Inventaire supplémentaire gestallt ginn.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Merci, Här Buergermeeschter, Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Gemengen- a Schäfferot. Wéi gesot ass hei de Ministère de la Culture, deen eis ganz einfach freet, fir zwee Gebaier, déi sech an der Groussstrooss op Nummer 31 an 33 befannen, op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux ze setzen. Et läit en Avis vun der Commission des Sites et Monuments vir. Wéi den Här Buergermeeschter gesot huet, ass et ganz interessant, dass dës Kéier d’Familljen respektiv d’Besëtzer an déi Leit, déi dra wunnen, selwer gefrot hunn, fir déi Haiser ze klasséieren. Dat Haus op Nummer 31, dat den Eck mat der Rue Henri Dunant mécht, gëtt als eng sougenannte Maison bourgeoise ugesinn, dat am Ufank vum 20. Jorhonnert zwëschen 1900 an 1905 gebaut gouf. Et ass eng typesch Fassad, déi wierklech erhalenswäert ass. Awer net nëmmen den Aspect extérieur ass erhalenswäert, mä och bannen an deem Haus sinn e ganze Koup Elementer, déi, wéi si eis schreiwen, och erhalenswäert sinn.

säit, dass et hei zu Déifferdeng net nëmmen déi zwee Haiser, mä och nach eng ganz Partie aner Gebaier gëtt, déi erhalenswäert sinn. Do wäerte mer an deem berühmte Fassade-Regëster am Kader vum PAG nach eng Kéier op all déi aner Haiser agoen. Wéi der gesitt ass eréischt viru Kuerzem d’Fassad frësch gemaach ginn. D’Haiser sinn och direkt unenee gebaut. Herno kënnt nach en neie Projet, deen awer déi Klassementer net a Fro stellt. Et sinn och gewëssen Obligatiounen ze erfëllen, mä et erlaabt awer nach ëmmer spéiderhi Modifikatiounen un den Haiser virzehuelen. Just déi mussen da mam Ministère ofgeschwat ginn. Dat ass alles, wat ech dozou ze soen hunn. Mir géifen iech da proposéieren, deenen Haiser en Avis favorable ofzeginn, fir dass se géife klasséiert ginn. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Muller. D’Madame Schambourg.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Dir Dammen an Dir Hären, ech sinn och ëmmer total begeeschtert, wann ech héieren, datt d’Leit selwer froen…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Kënnt der der Madame Schambourg nolauschteren, w.e.gl.

Datselwecht gëllt fir d’Haus Nummer 33, dat e bëssen éischter gebaut ginn ass. An zwar tëschent 1895 an 1900. Dat war nach am 19. Jorhonnert. Dat Haus huet dee berühmte «Caractère de la Belle Époque». Iwwer «La Belle Époque» gëtt et e ganze Koup flott Bicher, wou Leit sech domadder beschäftegt hunn an an deenen ee ge-

73

ERNY MULLER (LSAP) explique que le ministère de la Culture demande que les maisons situées aux numéros 31 et 33 de la Grand-rue soient ajoutées à l’inventaire des monuments nationaux. La Commission des sites et monuments a remis un avis. La demande provient des propriétaires des maisons. La maison au numéro 31 est une maison bourgeoise bâtie entre 1900 et 1905. La façade typique de cette époque mérite d’être sauvegardée, tout comme certains éléments intérieurs. La maison au numéro 33 date, quant à elle, de la fin du XIXe siècle. Elle a le caractère de la La Belle Epoque. Il existe d’ailleurs plusieurs livres à ce sujet montrant que Differdange dispose de nombreux bâtiments qui méritent d’être préservés. Ils seront inscrits dans le registre des façades dans le cadre du PAG. La façade des deux maisons, qui se trouvent l’une à côté de l’autre, a été refaite récemment. Certaines conditions doivent être remplies. À l’avenir, il sera possible de procéder à des transformations des maisons avec l’accord du ministère. Erny Muller demande aux conseillers d’approuver le reclassement des maisons.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV) est ravie d’entendre que les citoyens…

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) demande aux conseillers d’écouter ce que dit Mme Schambourg.


5. INVENTAIRE SUPPLÉMENTAIRE DES MONUMENTS NATIONAUX PIERRETTE

SCHAMBOURG

(CSV)

remercie le bourgmestre. Elle constate que les propriétaires reconnaissent la valeur de leur maison. Bien entendu, il existe des conditions et des restrictions. Malgré cela, ces gens demandent le classement de leurs maisons.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) est content que Mme Schambourg soit contente.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) salue à son tour l’initiative de ces personnes. Il y a relativement peu de bâtiments differdangeois sur la liste en question. Il est temps que les choses bougent. Le conseiller communal croit savoir que n’importe qui peut effectuer une telle demande et cela, même si la maison ne lui appartient pas.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) confirme.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande au bourgmestre ce qu’il en est de la Maison Niclou dans la Grand-rue. Il s’agit d’une maison de style Art nouveau située au numéro 28.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que la façade doit être protégée.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) réplique que l’intérieur mérite tout autant d’être préservé. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) n’est probablement pas du même avis.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) confirme. La maison est-elle déjà protégée?

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que la façade est protégée.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) demande s’il s’agit uniquement de la façade.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) dit à M. Diderich qu’il peut entamer une démarche pour protéger le reste.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) remercie le bourgmestre pour cette information.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Merci, Här Buergermeeschter.

Wa mer elo schonn an der Groussstrooss sinn, wollt ech nofroen, ob Dir vläicht wësst, wéi et mam Nicloushaus ass? Ob d’Haus Nummer 28, wat e Jugendstil-Haus ass, ze protegéieren ass.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass gär geschitt.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Ganz gentil. Ech sinn ëmmer ganz begeeschtert, wann ech héieren, datt d’Leit selwer froen, fir Haiser kënnen ze klasséieren. Si wëssen och d’Valeur vun hirem Haus ze schätzen. An dat mécht mech ëmmer ganz frou. Et sinn natierlech Konditiounen a Restriktiounen anzehalen, déi d’Leit och kennen. An trotzdeem froe se un, fir hiert Haus ze klasséieren. Da soll een dat och acceptéieren. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): D’Fassad ass ze protegéieren. Dat ass souwäit gemaach.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Och bannen ass dat Haus u sech derwäert, protegéiert ze ginn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Do ginn eis Meenunge wahrscheinlech auserneen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Ma ech si frou, wann Dir frou sidd, Madame Schambourg. Den Här Diderich, w.e.gl.

Do ginn eis Meenungen dann auserneen. Ass et am Moment protegéiert? Wësst Dir dat vläicht?

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Merci, Här Buergermeeschter. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wäerten dat och ënnerstëtzen a begréisse wierklech, dass Leit déi Initiativ huelen. Wann ee kuckt, wéivill Gebaier zu Déifferdeng op där Lëscht stinn, ass dat relativ wéineg. Eis freet et, wann do e bësse Bewegung dra kënnt. Dat, wat den Här Schwachtgen schonn oft gesot huet, ass, dass am Fong all Bierger d’Méiglechkeet huet, fir unzefroen, e Gebai op déi Lëscht ze kréien. Dat muss engem emol net selwer gehéieren, esou wéi ech dat verstinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Richteg.

74

D’Fassad ass protegéiert.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): D’Fassad eleng ass protegéiert.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Wann Dir natierlech méi wëllt, wësst Der jo, wéi eng Démarche Der musst maachen.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Merci, Här Buergermeeschter, fir dës Informatioun.


5. INVENTAIRE SUPPLÉMENTAIRE DES MONUMENTS NATIONAUX BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass gär geschitt. Den Här Schwachtgen nach.

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG): Vläicht passt dat och bei dem Här Muller seng Äntwert herno. Et ass schonn e puermol ernimmt ginn, dass ech mech dauernd fir de Patrimoine, dee mer zu Déifferdeng hunn, asetzen. Et stëmmt allerdéngs, dass jiddweree säin Haus melle kann, souguer dem Noper säint, wann een dat wëllt. Nun ass awer net jiddweree sech bewosst, wat Schutz heescht. D’Leit sinn nach net genuch doriwwer opgekläert. Ech géif vläicht de Schäfferot invitéieren, dat eng Kéier ganz kloer bei de Bierger bekannt ze maachen. Leider ass et och esou, wann e schéine Bréif vun der Kulturministesch kënnt, steet do net dran, wat fir Hëllefen, dass ee kritt, fir en Haus energetesch a wunnlech ze erhalen iwwer déi nächst 20 30 Joer. D’Privatleit, déi hir eegen Haiser wëlle geschützt hunn, loosse sech dann op eppes an, wat si herno ganz vill Sue kaschte wäert, wa se spéider wëllen Transformatioune maachen. Do misst een de Stat, d’Sites et Monuments an de Ministère de la Culture virun hir Responsabilitéite stellen an deenen emol ganz kloer soen, dass déi Hëllefen, déi si do ginn, ganz dacks net duerginn. Well wann ee en ale Plaffong ofstäipe respektiv frësch maache muss, kascht et e Verméigen. Wa verschidde Bierger eppes fir d’Allgemengheet maachen, wéi eng Fassad frësch maachen – wat eng Stad fir déi nächst Honnert Joer ëmmerhi verschéinert –, muss de Stat awer e bësse méi agräifen. Datselwecht fir d’Gemeng. Eise Kulturschäffe mat der Kulturkommissioun misst e Programm opstellen, wou, am Fall, wou eng staatlech Ënnerstëtzung géif kommen,

esou wéi dat bei der Energie war, d’Gemeng och eppes géif bäiginn. Wou mer zesummen iwwerleeën, wéi ee Montant mir eventuell bereet wären aus eisem Kulturbudget auszegi fir esou Initiativen. Vläicht kéime mer da méi schnell virun, zemools wa mer elo iwwer deen Inventaire verfügen, dee mer am Kader vum PAG amgaange sinn ze maachen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Ech wëll dozou soen, datt mir déi ganz Gemeng ofgetrëppelt hu mam Sites et Monuments. D’Fassade sinn all gekuckt ginn. A mir sinn amgaangen driwwer nozedenken, wat mer maachen. Dat wäerte mer och zesumme mat iech alleguer diskutéieren. Ech wéilt iech drop opmierksam maachen, datt dat rar ass, datt d’Leit selwer déi Décisioun huelen. Et kënnt vläicht doduerch, datt de Sites et Monuments decidéiert huet, vum 1. Januar u just nach Hëllefen ze gi bei deenen Haiser, déi op der Lëscht stinn. Wa se net op enger Lëscht stinn, kréien d’Leit och keng Hëllefen. Dat ass vläicht eng Erklärung, firwat dat esou ass. Mä ech muss awer soen, datt déi lescht zéng Joer, wou ech heibanne sëtzen, et net geleefeg ass, datt d’Proprietairë selwer dat do wëllen. Et soll ee se encouragéieren an ënnerstëtzen. Ech fannen dat eng gutt Iddi. Et kéint een effektiv mam Här Sanavia schwätzen. Iwwer d’Zomm, mengen ech, huet hien net vill ze soen. Hie kritt e Budget zur Verfügung gestallt. Vläicht um Urban Living.

GEMENGESEKRETÄR HENRI KRECKÉ: Mir hate se do.

75

FRÄNZ SCHWACHTGEN (DÉI GRÉNG) s’engage fortement pour la préservation du patrimoine de Differdange. Il est vrai que chacun peut proposer la protection d’un bâtiment, même si celui-ci appartient à quelqu’un d’autre. Malheureusement, beaucoup de gens ne savent pas ce que cela implique. Le collège échevinal devrait sensibiliser les habitants. Les lettres que la ministre de la Culture envoie aux propriétaires ne mentionnent pas le montant des subsides. Les propriétaires sont souvent confrontés à des frais importants lorsqu’ils veulent faire des transformations. L’État devrait prendre ses responsabilités et expliquer clairement que les subsides ne suffisent pas pour refaire par exemple un plafond. C’est pourquoi lorsqu’un citoyen refait une façade, ce qui embellit une ville pour un siècle, l’État devrait faire davantage d’efforts. Au niveau communal, l’échevin à la culture devrait prévoir un subside qui viendrait s’ajouter à celui de l’État. Il faut réfléchir au montant à allouer à ces subsides. Les choses devraient aller plus vite, d’autant plus que la commune disposera bientôt d’un inventaire réalisé dans le cadre du PAG.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) rappelle que le collège échevinal a visité la commune avec le Service des sites et monuments. Il s’agit désormais de prendre une décision. Depuis le 1er janvier, le Service des sites et monuments n’accorde des subsides que pour les maisons figurant sur la liste. C’est sans doute pourquoi il est rare que des propriétaires décident de protéger leurs maisons. En tout cas, cela n’est pas arrivé souvent au cours des dix dernières années. Bien entendu, il faut encourager les propriétaires. Dans ce contexte, la commune pourrait discuter avec M. Sanavia du Service des sites et monuments, par exemple dans le cadre d’Urban Living.

HENRI KRECKÉ (SECRÉTAIRE COMMUNAL) précise qu’ils ont déjà participé à Urban Living.


5. INVENTAIRE SUPPLÉMENTAIRE DES MONUMENTS NATIONAUX ERNY MULLER (LSAP) ajoute que des subsides peuvent être envisagés dans le cadre de l’inventaire. C’est en revanche toujours le cas pour les bâtiments classés dans le cadre du PAG. À l’avenir, le collège échevinal veillera à la préservation des façades lors de la planification des projets de développement urbain. Mais même si l’accent est mis sur la façade, l’intérieur des bâtiments doit aussi être pris en considération, là où c’est nécessaire. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe aux règlements communaux.

FRED BERTINELLI (LSAP) explique qu’il s’agit d’une modification des parcs de stationnement. Le parking de la place des Alliés compte 180 emplacements. La commune a reçu des demandes de riverains souhaitant louer une place. Le collège échevinal propose de mettre 50 emplacements en location au prix de 100 euros. C’est nettement moins que ce que les automobilistes payeraient à l’horodateur. Gary Diderich (déi Lénk) a une question concernant le parc de stationnement d’Oberkorn. Un automobiliste y stationnant 10 heures par jour, 5 jours par semaine à 30 centimes l’heure paye 60 euros par mois. Comment le collège échevinal fixe-t-il les prix? Y a-t-il réellement des gens qui souhaitent se garer dans un parc de stationnement 7 jours par semaine?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dir hat se do. Den Här Muller wollt nach eppes dozou soen.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Ech wollt derbäifügen, datt am Kader vun deem heiten Inventaire eventuell considéréiert gëtt, fir Aiden ze ginn. Et ass awer emol sécher de Fall, wann et am Kader vun engem PAG klasséiert ass. Dat heescht déi Démarche, déi mir elo maachen, ass net grad esou streng wéi wann et klasséiert ass, mä et kann een awer do vun Aidë profitéieren. Mir wäerten an Zukunft, wa mer nei Städtebauprojete plangen, drop halen, dass virun allem d’Fassad erhale bleift. Mir ware bis elo ëmmer op de Wee gaangen, fir d’Substanz bannendra ganz ze bewäerten. Dat kënne mer och weiderhi maachen, mä et gëtt problematesch wann een elo e Projet am Globale mécht. Dofir ass zum Beispill d’Fassad Niclou klasséiert ginn. Dat gëtt am Fong geholl e komplett neie Projet. Dat streckt sech iwwer e puer Haiser, soudass ee vu Fall zu Fall muss nuancéieren. Vum bauleche Standpunkt hier, setze mer do den Haaptakzent op d’Fassad. Natierlech gëtt et Gebaier, souwéi déi hei zwee, wou de banneschten Aspekt wierklech immens wichteg ass. A wa mer där hunn, solle mer dat natierlech och berücksichtegen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Gutt. Mir sinn eis erëm all eens.

Le conseil communal décide à l’unanimité de se prononcer pour le projet d’inscription à l’inventaire supplémentaire des monuments nationaux de deux maisons dans la Grand-rue à Differdange.

Da géife mer zum Punkt sechs kommen. Règlements communaux. Här Bertinelli, Dir hutt d’Wuert.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Hei komme mer zu enger Modifikatioun vun eise Parkhaiser. Et handelt sech ëm eisen ënnerierdesche Parking op der Place des Alliés, wou mer 180 Stellplazen hunn. Mir kruten Demandë vun de Leit aus där Ëmgéigend, déi do eng Parkplaz wëlle lounen. Doropshin hu mer en Tarif ausgerechent. Mir hate geduecht fir 50 Parkinge vun deenen 180 ze verlounen. Mir sinn op e Chiffer vun 100 Euro komm, wat nach wäit ënner dem Präis ass, wéi wann een elo zum Beispill dee ganzen Dag do géif ageheien. Dat wär eis Propos. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Ech hätt eng Fro. Ech muss elo zouginn, ech hunn net…

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat ass net schlëmm, et ass well Der als Éischten d’Wuert kritt hutt. Gesitt Der emol.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Also wann een…

76


6. RÈGLEMENTS COMMUNAUX BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech kann och fir d’Éischt dem Här Mangen d’Wuert ginn, da kritt Der et duerno zréck. Den Här Mangen hat et och gefrot.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): D’Fro ass am Fong, wann ech elo ausrechnen am Parkhaus zu Uewerkuer… Wann een do fënnef Deeg respektiv zéng Stonne fir 30 Cent d’Stonn zesummerechent, kënnt een op 60 Euro just. Firwat deen do Präis? Gëtt et wierklech Leit, déi iwwer siwen Deeg do wëlle parken?

ROBERT MANGEN (CSV): Ech wär drun interesséiert, ze wëssen, wéi eng Kritären ze erfëlle sinn? An et soll ee vläicht och kucken, fir d’Präisser relativ eenheetlech zu de Parkhaiser ze halen, wann een d’Locatioun mécht. Net datt do ze vill grouss Ënnerscheeder entstinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Den Här Bertinelli.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP):

Mir sinn nach amgaangen, dat méi am Detail ze kucken. Dat hei ass emol en Tarif, dee mer eis virstellen.

Mir hunn elo näischt nei erfonnt. D’Parkinge sinn iwwerall an de Stadskäre méi deier wéi ausserhalb an de Périphérien. Hei si mer wäit ënner dem Präis. Wann een all Dag vu moies aacht bis owes sechs géif ageheie goen, kéim een op 156 Euro. Wat méi deier ass.

Et ass jo esou, datt dee Parking matzen an engem Zentrum läit. Dat ass eppes aneschters, wéi wann en elo méi ausserhalb géif leien. Mir wollten am Fong geholl fest reservéiert Parkplazen dohinner setzen. Dat hei ass einfach emol e Virschlag. Mir mussen nach e puer Demarchë maachen. Et ass nach näischt Definitives.

Hei hu mer och un déi Leit geduecht am Hibléck op eis Quartiers résidentiels, mat deene mer weiderfueren. Wa mer zu Nidderkuer fäerdeg sinn, ass de Fousbann un der Rei. Mir hate jo mat Uewerkuer ugefaangen. Elo si mer zu Nidderkuer amgaangen. An um Fousbann wäerte vill Stroossen an d’Quartiers résidentiels kommen.

Den Här Bertinelli huet vu 50 Plaze geschwat. Et kënnen der och 60 oder 70 sinn. Dat muss een nach gesinn. Well mir hu festgestallt, datt dee Parking zu Uewerkuer zu 3/4, wann net méi, eidel steet. An op der Place des Alliés, wou de 1535°C ass, wäerten an Zukunft manner Parkplazen zur Verfügung stoen. Hei ass emol eng Virlag, fir fest Parkplazen ze verlounen. Do wäert d’Nofro deemnächst evoluéieren.

Duerch dee grousse Projet, dee virgesinn ass bei der Fousbanner Schoul, wäerte ronderëm lues a lues ëffentlech Parkplaze verschwannen. Soudatt mer och Moyene musse schafe fir déi Leit, déi do Schoul halen, déi do schaffen, fir déi Leit, déi do wunnen, a fir déi, déi keng Garage hunn. Mer hätte kéinte vill méi froen. D’Leit ware verwonnert, dass dat esou bëlleg wär.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Dann ass et och esou, datt déi Parkplaze fir ee Joer verlount ginn, soudatt mer e gewëssene Spillraum hunn, wa mir selwer Parkplaze bräichten. Här Mangen.

Et ass awer elo net ze vergläiche mam Parkhaus Uewerkuer, well dee méi ausserhalb an direkt bei enger Sportsinfrastruktur läit. Wou d’Leit haaptsächlech parke ginn, wa se Sport maachen oder op de Fussballstadion ginn. Dat ass eng aner Situatioun.

77

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que le collège échevinal réfléchit encore à la question. Il faut comprendre qu’un parc de stationnement en plein centre est différent d’un parc de stationnement en périphérie. C’est pourquoi le collège échevinal a proposé un tarif. Mais il reste des démarches à faire. La décision n’a pas été prise. M. Bertinelli a parlé de 50 emplacements à louer sous la place des Alliés. Mais à la fin, il pourrait s’agir de 60 ou 70, car le collège échevinal constate que le parc de stationnement d’Oberkorn est presque vide. En plus, avec 1535 °C, il y aura moins de places de stationnement autour de la place des Alliés à l’avenir. Bref, il faudra analyser la demande. Les emplacements ne seront loués qu’à l’année, afin que la commune conserve une marge de manœuvre.

ROBERTO MANGEN (CSV) se pose des questions concernant les critères. En plus, le collège échevinal ferait bien d’éviter une grande différence de prix entre la location et le stationnement à l’heure.

FRED BERTINELLI (LSAP) précise que le collège échevinal n’a rien inventé. Les stationnements sont toujours plus chers dans les centres qu’en périphérie. En outre, si on se gare tous les jours de 8 h à 18 h, on payerait 156 euros. Il faut aussi prendre en considération le stationnement résidentiel. Après Oberkorn et Niederkorn, ce sera au tour du Fousbann. Et cela concernera de nombreuses rues. Avec le grand projet près de l’école du Fousbann, qui débutera bientôt, des places de stationnement vont disparaître. Or il faut s’assurer que les enseignants, les riverains et ceux qui n’ont pas de garage pourront garer leur voiture. Les tarifs auraient pu être plus élevés. D’ailleurs, les gens ont été surpris. On ne peut pas non plus comparer le parc de stationnement de la place des Alliés avec celui d’Oberkorn, car celui-ci n’est pas dans le centre, mais à proximité d’infrastructures sportives. Dans toutes les communes, les tarifs sont plus élevés dans le centre.


6. RÈGLEMENTS COMMUNAUX ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute que les critères seront larges, mais il est évident que les habitants de Differdange et ceux qui y travaillent auront la priorité. En plus, cela permettra de diminuer le nombre de voitures garées le long des trottoirs. Le collège échevinal a tiré les leçons de 1535 °C. C’est pourquoi les contrats seront limités à un an. Pour le reste, il faudra voir combien de personnes seront intéressées par l’offre.

CHRISTIANE SAEUL (DP) estime que le règlement est clair. La commune entend demander 100 euros par emplacement fermé. La place des Alliés est dans le centre du Fousbann. Les demandes devraient être nombreuses. Le CSV est donc d’accord pour proposer 50 places à la location. Il ne faut pas oublier les places nécessaires lors de manifestations à 1535 °C.

ALI RUCKERT (KPL) est contraire à la modification du règlement, car il estime que le stationnement dans un lieu public devrait être gratuit. ERNY MULLER (LSAP) lui demande le prix d’un garage.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) estime que chacun peut exprimer son opinion. (Vote) Roberto Traversini passe aux règlements temporaires de circulation.

Ech wëll nach drop hiweisen, datt et an der Stad an all deenen anere Gemengen, och méi deier gëtt, wat der méi no an den Zentrum gitt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): D’Kritäre sinn esou, datt mer déi zimlech oploossen, well mer nach net wëssen, a wéi eng Richtung et sech entwéckelt. Et ass selbstverständlech, datt déi Leit, déi an eiser Gemeng wunnen a schaffen, Virrang hunn. Dat Ganzt ass awer ausbaufäeg. Hei kënnen d’Leit sech eng Parkplaz sécheren, wann Aarbechten an de Quartieren amgaange sinn. Gläichzäiteg hu mer d’Autoen aus de Stroossen. Am 1535°C hat et net esou gutt fonctionnéiert. Mir léieren ëmmer bäi. An dofir sinn d’Kontrakter just op ee Joer. Déi Kritäre kënnen herno änneren. Et ass emol fir ze kucken, wéivill mer der iwwerhaapt fest verlount kréien. Et soll eis net datselwecht geschéie wéi am Parc des Sports.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Den Här Ruckert hat nach d’Wuert gefrot.

ALI RUCKERT (KPL): Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären, ech wäert géint déi Modifikatioun stëmmen, well ech vum Prinzip hier der Meenung sinn, dass een, wann ee säin Auto am ëffentleche Raum oder an ëffentleche Gebaier ofstellt, een näischt derfir misst bezuelen.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Wat kascht eng Garage, wann een déi baue léisst?

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Ruckert. Et ass eng Meenung wéi eng aner. Da géife mer zum Vote kommen.

Madame Saeul.

CHRISTIANE SAEUL (DP): Merci Här Buergermeeschter. D’Note explicative vun dësem Reglement, wat zimlech kuerz gehalen ass, war verständlech. 100 Euro géif deemno en zouent Emplacement kaschten. Mir huelen un, dass de Parking Place des Alliés deen éischte wäert sinn, dee fäerdeg gëtt. D’Place des Alliés ass d’zentral Plaz vum Fousbann. Well et do u Parkplaze feelt a bestëmmt vill Demandë wäerten erakommen, si mer ganz dermadder averstanen, dass 50 Parkplaze fräigehale ginn, déi a Locatioun kënne goen. A mer brauche weider Parkplazen, wa Manifestatiounen am 1535°C sinn. Mam Tarif vun 100 Euro si mir averstanen. Mir sinn d’accord mat deem heite Projet. Ech soe Merci.

78

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver la modification du règlement-taxe au chapitre G1 — stationnement sous 2) parkings couverts.

Elo hate mer bal eng Ofstëmmung gepackt mat Unanimitéit. Règlements temporaires de circulation. Här Bertinelli.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Mir hu véier Reglementer virleien. Et sinn haaptsächlech Réseausaarbechten, wat grouss Aarbechte sinn a wou mer d’Stroosse mussen oprappen. Dat ass eng Kéier den Ausbau vun der Grand-Rue. D’Rue de Lasauvage an d’Rue de l’Hôpital. D’Rue Kondel. Um Fousbann. Et ass an der Zolwerstrooss. D’Kräizung fir an d’Woiwerstrooss, wou de Buedem muss nei gemaach ginn.


6. RÈGLEMENTS COMMUNAUX / 7. SYNDICATS INTERCOMMUNAUX Zu Nidderkuer geet et weider mat de Quartiers résidentiels. Dat sinn d’Stroosse Rue du Castel, Rue J-B Scharlé, Rue St Pierre, Avenue de la Liberté bis uewe bei de Parking bei de Lannen. D’Rue du Verger, Rue des Écoles, Croisement Rue Bascharage et Route de Pétange. An d’Rue Pierre Gansen bis un d’Rue J-B Scharlé. Da wollt ech de Gemengerot informéieren, datt den 23. Mäerz eng Diskussiounsronn stattfanne wäert mat de Leit aus deene Quartieren, wou eng grouss Ufro vun den Awunner war. Dir sidd natierlech alleguer häerzlech invitéiert. Et ass „Im Mai“ oder am Café Il Stadio. Éischter war et net méiglech, well mer keng Confirmatioun haten. Dir kritt et och iwwer Mail geschéckt. Et ass um 19:00 Auer den 23. Mäerz zu Nidderkuer.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci, Här Bertinelli. Wa keng Froe méi sinn, géife mer zum Vote kommen.

Le conseil communal décide à l’unanimité d’approuver les règlements temporaires de circulation.

Da komme mer bei de siwenten a bal dee leschte Punkt vun der ëffentlecher Sitzung, wou nach Froen ze beäntwere sinn. An dësem Punkt geet et drëm, datt véier Gemengen dem SIGI bäitriede wëllen. Dat sinn d’Gemenge Colmar-Bierg, Fëschbech, Gilsdref a Wal. Kënne mer direkt zum Vote kommen? Wann ech mech net ieren, missten elo geschwënn all d’Gemengen, ausser d’Stad Lëtzebuerg am SIGI. sinn.

Le conseil communal décide à l’unanimité de se prononcer en faveur de l’adhésion des communes de Colmar-Berg, Fischbach, Goesdorf et Wahl au SIGI.

Vun de Kommissiounen ass näischt erakomm. Wann een nach eppes ze soen hätt, Här Diderich.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Ech wollt bei de Kommissioune widderhuelen, dass ech nach ëmmer net all Invitatiounen a Rapporte kréien. Ech hunn awer d’Recht, an déi Kommissiounen ze goen. Da brauch ech och déi Informatiounen, wéini se stattfannen. Et gëtt nach e puer Memberen, déi mir och hei ernannt hunn, déi am selwechte Fall sinn. Dat fannen ech net acceptabel. Do wéilt ech an der non-publique nach eng Kéier kuerz driwwer schwätzen. Ech soen Iech Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech wäert dee Message nach eng Kéier weiderginn, Här Diderich. Ech hat dat scho gemaach. Mir haten eng Note geschriwwen. Da wäerte mer nach eemol eng Note schreiwen. Mir hu schrëftlech Demandë vun der DP kritt, vum Här Diderich an dem Här Glauden. Et konnt net grad alles beäntwert ginn, well eisen Haaptresponsabele vun der Kommunikatioun leider gesondheetlech net esou gutt drun ass. Ech hunn awer versicht, op déi meeschte Froen eng Äntwert ze fannen. Dir kritt och alles schrëftlech ausgedeelt. Wann et net ganz komplett ass an eppes vergiess ginn ass, Här Meisch, ginn ech ganz gären zousätzlech Explikatiounen. Dir hat gefrot, wat Differdangechange, den Diffmag, Differdange.lu an d’Publikatioune vun 2014 géife kaschten. Et hätt mech allerdéngs gefreet, wann Der och déi Publikatioune vun deene Jore virdru gefrot hätt. Ech wäert Iech déi Zuelen trotzdeem ginn, obwuel Der se net gefrot hutt. Well mer wëllen hei an aller Transparenz schaffen. Et ass esou, datt all Euro, deen hei ausgi gëtt, natierlech budgetiséiert gëtt. Dat kënnt Der noliesen am

79

FRED BERTINELLI (LSAP) précise qu’il y en a quatre. Il s’agit notamment de travaux sur les réseaux, qui nécessitent la démolition de la chaussée. Le conseiller communal énumère les rues concernées. Il passe ensuite à Niederkorn, où la mise en place du stationnement résidentiel se poursuit. Ici aussi, il énumère les rues concernées. Il signale qu’une réunion publique sera organisée le 23 mars à 19 h pour les habitants des quartiers concernés. La réunion aura lieu dans le bâtiment «Im Mai» ou au café «Il Stadio». Les conseillers communaux recevront une invitation par courrier électronique. (Vote) ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) passe au point 7. Quatre communes souhaitent faire leur entrée dans le SIGI. Il s’agit de Colmar-Berg, de Fischbach, de Goesdorf et de Wahl. Mis à part Luxembourg-ville, toutes les communes font désormais partie du SIGI. (Vote)

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate qu’il n’y a rien concernant les commissions.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) regrette qu’il ne reçoive toujours pas tous les rapports et invitations. Pourtant, il a le droit d’assister aux commissions. Mais pour cela, il doit d’abord savoir quand les réunions ont lieu. Cette situation n’est pas acceptable. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) transmettra une nouvelle fois le message de M. Diderich. Il avait déjà fait rédiger une note. Le DP, M. Diderich et M. Glauden ont déposé des questions écrites. Comme le responsable du service communication est malade, tous les points n’ont pas pu être adressés. Mais si M. Meisch constate qu’il manque quelque chose, le bourgmestre lui fournira des explications supplémentaires. M. Meisch a demandé ce qu’ont coûté differdangechange, le Diffmag, differdange. lu et les autres publications en 2014. Le bourgmestre aurait aimé que M. Meisch demande également les dépenses des années précédentes à titre de comparaison. Il les lui communiquera malgré tout dans un souci de transparence. Chaque euro est budgétisé dans l’ordinaire ou l’extraordinaire. Il n’y a pas non plus de transferts d’un article à l’autre. L’agence Binsfeld a développé la campagne differdangechange. 75 000 euros figuraient


8. CHANGEMENTS AU SEIN DES COMMISSIONS CONSULTATIVES au budget en 2014 et 60 000 euros en 2015. La somme baissera d’une année à l’autre. Sur ces 60 000 euros, 45 500 euros ont été versés à Binsfeld et 19 600 à Espace Médias. En ce qui concerne le magazine, les dépenses se montaient auparavant à 260 000 euros. Désormais, il s’agit de 195 000 euros. L’agence Binsfeld a touché en tout 13 820 euros. Mais ces dépenses vont bientôt disparaître puisque le magazine est désormais réalisé en interne. Le site internet a coûté quant à lui 6 595 euros pour la conception et l’assistance. Il n’y aura pas de frais récurrents. L’ancien site avait coûté 18 000 euros, plus 700 euros par mois. Ces chiffres expliquent la décision de la commune. Pour ce qui est de la qualité, Roberto Traversini laisse les conseillers communaux juger d’eux-mêmes. La commune a décidé de réaliser une bonne partie de ses publications en interne. Elle a cependant demandé à la société avec laquelle elle collaborait de continuer à produire l’analytique. Le directeur a refusé, ce qui a surpris le bourgmestre. Quelques jours plus tard, il a reçu une lettre de cette société, lui communiquant qu’elle avait changé d’avis et qu’elle voulait bien continuer à produire l’analytique moyennant un supplément de 42,6 %. Dans ces conditions, la décision a été prise rapidement: la ville de Differdange fera l’analytique ellemême. En plus, les analytiques d’octobre, novembre et décembre 2014 ne sont pas encore sortis alors que l’on est déjà en mars 2015. Point de vue de la communication, il n’est pas très intéressant de publier ce que le conseil communal a décidé six ou sept mois plus tôt. Roberto Traversini espère que M. Meisch est satisfait des réponses fournies. Autrement, la société Binsfeld et le responsable de la communication lorsqu’il sera de retour pourront lui fournir plus de détails.

B u d g e t s a r t i k e l 4/141/21000/1000/14027 wéi och am Extraordinären. Keen Euro gëtt do méi oder manner ausginn. An et gëtt och näischt op aner Artikele gebucht. Dat ass fir mech en Tabuthema. Dir frot dann nach, wat am Fong geholl déi ganz Campagne u sech kascht. Dat ass och einfach ze erklären. Engersäits hu mer de Binsfeld, deen dat alles opgebaut huet. Do stoungen d’lescht Joer am Extraordinäre 75.000 Euro dran. Dëst Joer sti 60.000 Euro dran. Dat si 15.000 Euro manner. An dat wäert all Joer nach weider erofgoen, well mer déi Campagne och eng Kéier wëllen ofschléissen. Dovunner huet Binsfeld 45.500 Euro kritt an Espace Medias 19.600 Euro. Dat steet alles ganz detailléiert am Extraordinären. Dat ginn ech Iech och ganz gäre mat. Eng aner Fro war, wat den Diffmag kascht, deen neie Magazin. Do hate mer d’Décisioun geholl, op nei Weeër ze goen. Dir kënnt Iech bestëmmt nach erënneren, wat en an der Zäit kascht huet. Dat ware virdrun Dépensë vun 260.000 Euro d’Joer. Elo si mer erofkomm op 195.000 Euro. Déi Firma, déi eis beroden huet, krut eemol 9.900 Euro an eng Kéier 3.920 Euro, am Ganzen 13.820 Euro. Do wäerte mer geschwënn op null sinn. Well d’Konzeptioun steet. Dat heescht, an Zukunft wäert d’Firma Binsfeld ëmmer manner kréien, well et intern vun der Gemeng gemaach gëtt. Des Weideren hat Der gefrot, wat eis den Internetsite kascht huet. Dat huet eis eemoleg 6.595 Euro kascht. D’Konzeptioun plus d’Assistance, déi eis Leit kritt hunn, mat agerechent. Do hunn ech och d’Zuele virleien, wat dat sengerzäit kascht huet, net d’lescht Joer, mä all déi Jore virdrun. Dat waren eng Kéier 18.000 Euro, déi bezuelt gi sinn. An duerno all Mount 700 Euro. Eis huet et elo eemol 6.500 kascht an duerno bezuele mer näischt méi. Wann een déi Zuele matenee vergläicht, wësst Der jo, firwat mer dat gemaach hunn.

80

Op d’Qualitéit vu virdrun an elo, wäert ech net weider agoen. Dat loossen ech jidderee selwer jugéieren. Et ka jidderee sech selwer e Bild dovunner maachen. Wéi gesot, d’Publikatioune si vun 260.000 Euro op 195.000 Euro erofgaangen. Do wäerte mer dëst Joer wahrscheinlech nach e bëssen erofgoen. Vu datt mer villes intern maachen, hate mer déi Firma, mat där mer zesummegeschafft hunn, gefrot, ob si den Analytesche wéilte weiderhi maachen. Dozou hate mer eis mam Direkter getraff. An no där Versammlung huet hien eis gesot, datt en net méi den Analytesche maache wéilt. Wouriwwer ech erstaunt war. Dass e Geschäftsmann einfach esou eppes opgëtt. A mäi Staune war berechtegt, well bannent enger Woch hu mer e Bréif kritt vun dëser Firma. Si hätte sech et aneschters iwwerluecht a wéilten den Analyteschen awer erëm maachen, mä mat engem Supplément vun 42,6%. Du war d’Décisioun jo schnell geholl, datt mer dat net konnten unhuelen. An Zukunft wäert dann och den Analytesche vun der Stad Déifferdeng selwer gemaach ginn. En plus hunn ech dozou eng Remarque ze maachen: Mir sinn elo Mäerz. Et ass e Réckstand mam Analytesche vun de Méint Oktober, November, Dezember vum leschte Joer. Soudatt et schwéier ass, d’Kommunikatioun ënner een Hutt ze kréien, wann dat, wat an engem Gemengerot geschwat ginn ass, sechs siwe Méint duerno eréischt verëffentlecht gëtt. Dat fannen ech och net ganz gutt. Dat sinn d’Chiffere schwaarz op wäiss hei um Pabeier, déi ech och nach ronderëm ginn. Ech hoffen, Dir sidd zefridde mat deenen Äntwerten. Wann nach méi Detailer verlaangt sinn, géif ech mengen, datt dann d’Firma Binsfeld souwéi eise Mann, wann deen erëm gesondheetlech op der Héicht ass, sämtlech Erklärunge kënne ginn. Ass dat esou an der Rei, Här Meisch? Merci. Da bleiwen nach zwou Froen, Här Diderich.


8. CHANGEMENTS AU SEIN DES COMMISSIONS CONSULTATIVES GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Merci, Här Buergermeeschter. Zwou Froen hätt ech ze stellen. Déi Éischt ass iwwer den Diffbus zu Uewerkuer. Dee fiert net méi iwwerall hin, voire net méi bei de Kierfecht. Dee sollt awer grad dohinner fuere wéinst deene Leit, déi net esou mobil sinn. Do wollt ech nofroen, firwat dat esou ass. Wéi laang et esou soll bleiwen. An ob een do keng aner Léisung kéint fannen. Fir dann op déi zweet Fro ze kommen. Déi huet och mam ëffentlechen Transport ze dinn. Wann ee mam TICE fiert, wat ze begréissen ass, gëtt et elo e System, deen engem seet, wou ee wéini op wéi enger Haltestell ass. Da staunt een awer, dass een zu Uewerkuer op eemol op der St Jean erauskënnt. Esou eng Plaz kennen ech zu Uewerkuer net. Domadder ass wahrscheinlech Prince Jean gemengt.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Jo.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): Mir hu beim President vum TICE nogefrot, firwat dat esou ass. An den Här Hinterscheid sot eis, dass d’Gemeng dat esou eraginn huet, an dass si dat esou iwwerholl hunn. Do wollt ech froen, ob Dir dat vläicht kënnt korrigéieren? Net dass d’Leit op eemol mengen, mir hätten op där Plaz en Hellegen amplaz e Prënz. Merci.

ferot geschwat hunn. Dat waren och laang Diskussiounen. Dir hutt Recht, Här Diderich, verschidde Saache si vläicht net gutt, mä et huet alles seng Grënn.

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Wat den Diffbus ubelaangt, si mer mëttlerweil an der Situatioun, datt se elo net méi op déi zwee Kierfechter fueren, well mir „das kleinere Übel“ gewielt hunn. Do hate mer mëttes Momenter, dass d’Diffbusser am Stadkär net méi mateneen ukomm waren, well d’Weeër ëmmer méi laang gi sinn. Wann den Uewerkuerer Diffbus zum Beispill e Retard vu bal zéng bis zwielef Minutten hat, hat en e ganzen Tour einfach ausgelooss. Déi aner zwee stoungen dann am Zentrum op deen ze waarden, dass de Roulement herno erëm geklappt huet. Nun ass et esou, dass mer mam TICE amgaange sinn, en neie Programm opzestellen, wou mer u verschidden Iddie schaffen. An deem Kader hu mer eng Propositioun gemaach vun enger Diff-Kaart — ech hat hei schonn e puermol driwwer geschwat — mat där d’Leit innerhalb vun eiser Gemeng kënnten den TICE benotzen. Oder eng aner Iwwerleeung wär, eventuell e véierten Diffbus bäizehuelen. Dat géif eis 300 bis 350.000 Euro kaschten. Dat wier zesumme pro Joer wäit iwwer eng Millioun.

Dir wësst jo, wéi eng Relatioun ech mat den Hellegen hunn. Et kann dat net sinn. Fir mech ass et ganz sécher en Tippfeeler.

Mam Kierfecht hu mer eis och gefrot, wéi mer dat kéinte maachen. Et ass nämlech de Fait, datt déi Strecken net esou dacks benotzt ginn. D’Busser fuere mat zwee dräi Leit. Soudatt mer do d’Iddi vun engem Ruff-Bus zum Beispill hätten, deen och gratis wär. Zemools fir eis eeler Matmënschen, déi op de Kierfecht wéilten. Dat, als Iwwergangszäit bis mer en Accord vum TICE kréien.

Mir hunn dee richtege Mann hei. Den Här Bertinelli këmmert sech ëm den Diffbus. Da wäerte mer elo déi genee Explikatioune kréien, wouriwwer mer schonn am Schäf-

Et war net méi méiglech. D’Busser sinn ëmmer méi wäit gefuer an d’Weeër méi laang ginn. D’Bussen si net méi mateneen am Stadkär ukomm. Et ass jo awer wichteg,

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

81

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) regrette que le Diffbus ne passe plus par le cimetière d’Oberkorn. Il voudrait savoir pourquoi et si cette décision est définitive. En ce qui concerne le TICE, les bus sont équipés d’un nouveau système indiquant le nom de l’arrêt. À Oberkorn, le bus s’arrête notamment à un arrêt Saint-Jean. Ne s’agirait-il pas plus tôt de Prince-Jean? Le conseiller communal s’est renseigné auprès du TICE et a appris que le nom des arrêts a été communiqué par la commune. Celle-ci ne veut-elle pas corriger son erreur? Il ne faudrait pas que les gens pensent qu’il y a un saint à cet endroit plutôt qu’un prince.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond qu’il doit s’agir d’une erreur. En ce qui concerne le Diffbus, M. Bertinelli fournira des explications. Il y a eu de longues discussions au sein du collège échevinal.

FRED BERTINELLI (LSAP) explique que le collège échevinal a opté pour le moindre mal. Les itinéraires sont devenus de plus en plus longs, ce qui fait que les bus n’arrivaient plus en même temps dans le centre ce qui causait des problèmes. Le collège échevinal réfléchit à un nouveau programme avec le TICE. Parmi les propositions figure celle d’une Diffcard permettant aux habitants de prendre le TICE à l’intérieur de la commune. Ou bien celle de mettre en circulation une quatrième ligne de Diffbus. Mais cela coûterait entre 300 000 et 350 000 euros, soit 1 million en tout. En ce qui concerne le cimetière, il est apparu que peu de voyageurs empruntaient ce trajet. Or pour que les personnes âgées puissent se rendre au cimetière est apparue l’idée d’un bus gratuit sur appel. Et ce jusqu’à ce qu’un accord soit trouvé avec le TICE. Ces derniers mois, la situation concernant le Diffbus était catastrophique. Les bus s’attendaient dans le centre pour que les voyageurs ne ratent pas la correspondance. C’était devenu intolérable. Actuellement, l’arrêt de bus se trouve à 250 m du cimetière d’Oberkorn et il est signalisé. Cela a été une décision difficile pour le collège échevinal, mais il s’agissait d’un moindre mal. Le Diffbus ne passe pas encore par le cimetière en forêt.


8. CHANGEMENTS AU SEIN DES COMMISSIONS CONSULTATIVES ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ajoute qu’il a fallu prendre une décision impopulaire pour conserver un tact de 30 minutes. Une personne voulant aller d’Oberkorn à l’hôpital doit changer de bus. Et si la correspondance est déjà partie, elle devra attendre une demi-heure. 250 m en montée, c’est beaucoup pour les personnes âgées. Le collège échevinal espère trouver une solution globale avec le TICE. Autrement, il faudra réfléchir à une quatrième ligne de Diffbus pour quelque 300 000 euros.

FRED BERTINELLI (LSAP) ajoute que M. Diderich s’est déjà informé pour ce qui est de l’arrêt Prince-Jean. Il s’agit d’une erreur qu’il faudra corriger. JOS GLAUDEN (DP) a une question concernant une maison sur la colline à Niederkorn. Elle a une magnifique façade qui tombe en ruine. Cette façade est censée être préservée, mais bientôt, il n’en restera rien.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) répond que le projet a été repris par un promoteur différent et que le PAP est en train d’être modifié. Le genre d’appartements pour seniors se rapprochera de celui à Esch et à Sanem, c’est-à-dire qu’il s’agira d’une maison de retraite avec des chambres. Le bourgmestre voudrait que les maisons sur ce site soient démolies immédiatement. Mais le promoteur préfère réaliser les travaux en une fois. La façade ne sera pas une réplique de ce qui existait, mais quelque chose de nouveau adapté à la Maison Erpelding.

datt déi Leit, déi vun Uewerkuer op Nidderkuer wëlle fueren, awer kënnen ëmsteigen. An do hate mer an deene leschte Méint katastrophal Zoustänn, wou e Bus zu Nidderkuer stoung op en aneren ze waarden, fir am Zentrum gläichzäiteg unzekommen. Dat war net méi tragbar, well d’Leit op de Bus-Arrête stoungen ze waarden an et ass kee komm. Beim Uewerkuerer Kierfecht hu mer eng Beschëlderung gemaach, dass een nëmmen de Vëloswee brauch erofzegoen. Dat sinn 250 Meter. Dann ass een an der Woiwerstrooss, wou een den Diffbus kann huelen. Et war keng aner Possibilitéit do. Mir hätten et och gär anescht gehat. Mengt net, mir hätten dat gäre gemaach, fir den Diffbus net méi bei d’Kierfechter fueren ze loossen, mä dat war elo déi manner schiedlech Léisung. Bei de Bësch-Kierfecht fuere se nach net.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Et war wierklech keng einfach Décisioun, mä wann ee gär den Hallef-Stonnen-Takt anhält, muss ee leider esou onpopulär Décisiounen huelen. Well wann ee vun Uewerkuer an d’Nidderkuerer Spidol wëll an deen Nidderkuerer Bus ass scho fort, mussen d’Leit eng hallef Stonn waarden. Dat ass wierklech net evident. An et sinn, wéi gesot, 250 Meter. Mä ech weess och, dass 250 Meter — an et geet en plus biergop — fir eeler Leit vill ass. Mir sinn eis deem bewosst. Dir kënnt eis gleewen, déi Entscheedung war eis net liicht gefall. Mä mir hoffen, wéi den Här Bertinelli gesot huet, eng global Léisung mam TICE ze kréien. Soss komme mer effektiv net derlaanscht, eng Kéier iwwer e véierten Diffbus an eiser Stad nozedenken. An do schwätze mer dann, wéi der héieren hutt, vun 250.000 bis 300.000 Euro. Dat muss eis dann heibanne ronderëm den Dësch kloer sinn.

82

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK): An den hellege Prënz?

SCHÄFFE FRED BERTINELLI (LSAP): Den hellege Prënz hutt Der jo scho beim TICE nogefrot. Do ass iergendwou e Feeler ënnerlaf. Mä ech wäert dat da korrigéiere loossen. Merci.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Et ass schéin, datt Der Iech ëm déi helleg këmmert, Här Diderich. Den Här Glauden hat nach eng Fro.

JOS GLAUDEN (DP): Meng Fro handelt ëm dat Haus, wat zu Nidderkuer am Bierg steet. Dat huet eng immens schéi Fassad an ass amgaange komplett ze verfalen. De Promoteur ënnerhëlt guer näischt. An den Affichen ass ze liesen, datt déi Fassad géif erhale ginn. Mä wann dat Haus nach e bëssen esou do steet, ass näischt méi ze halen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Net méi spéit wéi de Moien, hu mer eng Äntwert kritt. Do ass elo en neie Promoteur an de PAP gëtt geännert. Hie wëll en anere Stil vu Seniorewunnengen. Den Här Muller weess besser iwwer d’Detailer bescheed. Et gëtt eng Zort wéi zu Rodange an zu Esch. Altersheim mat Zëmmeren. Dofir muss en neie PAP gemaach ginn. Et ass esou, dass mir déi Haiser, déi do stinn, gären ewech hätten. Mir haten deen neie Promoteur dorop ugeschwat a gefrot, ob hien déi scho kéint ewechhuelen. Dovu war hien net esou begeeschtert. Well e sot, wann hien ufänkt, mécht hie gären direkt alles an enger Kéier. Ech hätt grad esou gär, se géifen an de Koup geheit ginn.


8. CHANGEMENTS AU SEIN DES COMMISSIONS CONSULTATIVES An déi nei Fassad, déi hei presentéiert gëtt, wäert herno net eng Replique sinn, mä et wäert eng Fassad sinn, déi besser bei d’Ierpeldengshaus passt. Esou datt een do wierklech eppes anstänneges huet fir eis eeler Matbierger.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

Här Muller.

Hei ass wierklech e super gutt Beispill, datt einfach ze laang gewaart gi war, ier agegraff gouf. Déi Fassad ass schonn esou erofkomm, datt et iwwerhaapt net méi méiglech ass, fir se ze erhalen.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Ech wollt just eng Zousazerklärung ginn. Et ass esou, datt deen neie Promoteur et net sënnvoll fonnt huet, d’Fassaden ze rekonstruéieren. Hie wollt méi eppes Fonctionnelles, eppes wat senge Besoine géif entspriechen. Well dat Ganzt gëtt jo elo geännert, d’Unitéite gi méi grouss. Am Moment si mer a Gespréicher mam zukünftegen Exploitant oder Investisseur, wéi den Här Buergermeeschter just sot, fir d’Entréesfassad un d’Ierpeldengshaus unzepassen. Fir domadder e bëssen de Flair ze kreéieren, wéi et fréier war, wou d’Bridder nach do waren, wéi dat Spidol deemools war, fir an dee Stil ze kommen. Awer just fir den Entréesdeel. De Rescht géif dann awer net erhale bleiwen. Ech menge souwisou, egal mat wéi engem Architekt ee schwätzt, géifen dat vill Diskussioune ginn, fir Fassaden an engem modernen oder ale Stil nozebauen. Et ass net dat, wat déi meescht Architekte wëllen. Wann een déi reell Maueren erhale kann, jo, mä dat ass hei souwisou net méiglech, well de Gabarit ännert. Dat ass dat, wat virgesinn ass.

Jo, ganz gären.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV):

Ech perséinlech sinn och net immens dervun iwwerzeegt, fir eppes nozebauen. Dat ass a mengen Aen décke Quatsch. An dofir fannen ech et gutt, an deem heite Fall, dass mer e ganz neit Gebai baue mat enger moderner Fassad. Wann een eppes kann erhalen, ass dat okay. Awer nobauen ass jo och Blödsinn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Dat war zimlech kloer.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): A vun enger Fra vum Fach.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir géifen dann déi ëffentlech Sitzung ophiewen. Mir bleiwen nach e bëssen hei, fir déi puer Punkten iwwer d’Personal ze traitéieren. Déi aner musse leider de Sall verloossen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Mir schaffen drun, fir dëst Joer de PAP duerch de Gemengerot ze kréien.

PIERRETTE SCHAMBOURG (CSV): Här Buergermeeschter, dierft ech nach eppes soen?

83

ERNY MULLER (LSAP) ajoute que pour le nouveau promoteur, il ne faut pas reconstituer une façade, mais opter pour quelque chose de fonctionnel. Pour le moment, des discussions sont en cours avec l’investisseur pour l’adaptation de la façade de la Maison Erpelding afin d’en conserver le flair. En général, les architectes ne veulent pas recréer des façades dans un certain style. Et dans ce cas-ci, il n’est de toute façon pas possible de conserver les murs d’origine, car le gabarit est différent. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) espère que le PAP sera soumis au conseil communal cette année.

PIERRETTE

SCHAMBOURG

(CSV)

estime que l’on a attendu beaucoup trop longtemps pour intervenir. Il n’est plus possible de sauver cette façade. Recréer la façade serait totalement stupide. Il vaut donc mieux réaliser une façade moderne adaptée au bâtiment.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que Mme Schambourg a été claire.

ERNY MULLER (LSAP) ajoute qu’il s’agit d’une experte en la matière. ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) clôture la séance publique.


ÉTAT CIVIL - NAISSANCES TSHISUMPA Blessing Kabu Erika

Esch-sur-Alzette

01.01.2015

PINHEIRO FONSECA Gabriel

Luxembourg

02.01.2015

BELKIC Almin

Luxembourg

05.01.2015

AZEVEDO CORREIA Duarte

Luxembourg

06.01.2015

SIMÕES TAVARES Luana

Luxembourg

09.01.2015

PINHEIRO LEAL Kenza

Luxembourg

11.01.2015

RODRIGUES ESTEVES Ema

Luxembourg

13.01.2015

REIS CASTELO Leonor

Luxembourg

16.01.2015

SOARES RIBEIRO Dinis

Esch-sur-Alzette

19.01.2015

GOMES COELHO Laura

Luxembourg

20.01.2015

MUCEVIC Alina

Esch-sur-Alzette

20.01.2015

ALVES CARVALHO Lisandro

Luxembourg

20.01.2015

COSTANTINO Gabriele

Esch-sur-Alzette

21.01.2015

SANTOS AFONSO Ylan

Esch-sur-Alzette

21.01.2015

GUCATI Loris

Luxembourg

22.01.2015

MUSLJI Nisa

Luxembourg

23.01.2015

RUGOVAC Eduard

Luxembourg

23.01.2015

SOLPASSO Giorgia

Luxembourg

24.01.2015

DOS SANTOS CAPELA Leandro

Esch-sur-Alzette

27.01.2015

PEREIRA DE SOUSA Alícia

Esch-sur-Alzette

27.01.2015

GUBERINIC Šeila

Luxembourg

27.01.2015

DA PONTE Elia

Esch-sur-Alzette

30.01.2015

BÎRZAN Ioana Eliza

Luxembourg

02.02.2015

MENDES SOARES Jay

Esch-sur-Alzette

03.02.2015

KARAHODZIC Asya

Esch-sur-Alzette

04.02.2015

CHENOUI Amina

Esch-sur-Alzette

09.02.2015

KANE Daba

Luxembourg

10.02.2015

PELT Louis Eugène Pierre

Esch-sur-Alzette

10.02.2015

ARTINA GATEAU Ruben

Esch-sur-Alzette

10.02.2015

DA SILVA RIBEIRO Adriana

Esch-sur-Alzette

11.02.2015

LUCIANI FONSECA Ylenia

Esch-sur-Alzette

12.02.2015

KOMGUEP Yéléna Mya Thérèse

Luxembourg

12.02.2015

PIERRE PANETTA Maëllya

Esch-sur-Alzette

15.02.2015

GOMES E SA Dayvi

Esch-sur-Alzette

19.02.2015

ADROVIC Adam

Esch-sur-Alzette

21.02.2015

COUTINHO FERNANDES Tomás

Luxembourg

21.02.2015

PEREIRA DA SILVA Leticia

Esch-sur-Alzette

22.02.2015

STEFANINI Mia

Esch-sur-Alzette

23.02.2015

TREDEMY Lou

Esch-sur-Alzette

23.02.2015

CONCEIÇÃO PINTO Mara

Luxembourg

24.02.2015

CONCEIÇÃO PINTO Mirian

Luxembourg

24.02.2015

PINHO CACHETAS Yara

Esch-sur-Alzette

25.02.2015

ADROVIC Alina

Esch-sur-Alzette

28.02.2015

84


ARENDT Dean

Esch-sur-Alzette

02.03.2015

FRIES Amy Maryann

Ettelbruck

02.03.2015

BIBULJICA Imar

Esch-sur-Alzette

03.03.2015

KHEDHRI Shaima

Luxembourg

03.03.2015

SILVA PINTO José Alexandre

Esch-sur-Alzette

16.03.2015

GOMES AZEVEDO Lucas Miguel

Esch-sur-Alzette

16.03.2015

LOPES RODRIGUES Ariana

Esch-sur-Alzette

17.03.2015

DA SILVA FERREIRA Sara

Luxembourg

17.03.2015

LOPES VARELA Sarah

Luxembourg

19.03.2015

GUELFF ROCHA Syara

Luxembourg

20.03.2015

STANCIU Kevin Mihai

Luxembourg

20.03.2015

LATERZA Antonio

Esch-sur-Alzette

20.03.2015

DOS REIS RABAçAL Eva

Esch-sur-Alzette

23.03.2015

MEDEIROS DE SOUSA Lourenço

Esch-sur-Alzette

23.03.2015

KRIER Laura

Luxembourg

26.03.2015

ÁVILA NUNES Gustavo

Luxembourg

27.03.2015

PETTINGER Louis François Samuel

Luxembourg

27.03.2015

NEZAI Jannah

Esch-sur-Alzette

27.03.2015

ÉTAT CIVIL - MARIAGES HUBER Henri Lorenzo & OLINGER Jean Paul

01.01.2015

PEREIRA HORTA Leonel & SILVA BRITO Patrícia

16.01.2015

CARDOSO VALENTE Paulo Alexandre & DA COSAT RIBEIRO Sandra Filipa

17.01.2015

CRISTINA Fabian & STROTZ Gilles Roby Jean

17.01.2015

JORGE PEREIRA Michael & CRISAFULLI Daniela

17.01.2015

KOWALSKY Jérôme & LAFONTAINE Sarah

11.02.2015

DE BARROS MONTEIRO Luís Filipe & HIPPERTCHEN Tanja

13.02.2015

SCHMIT Alain Gino Antoine & ALF Nadine Monique

14.02.2015

SURREIRA TAVARES David Miguel & DA COSTA SIMOES Ana Filipa

14.02.2015

FERNANDES DE ALMEIDA Aníbal & DA ROCHA FERREIRA Maria Alice

14.02.2015

BIRLENBACH Aloyse Pierre Georges & PETTKUS Elyanne Lisa Jeanne

27.02.2015

FLENER Hubert et DE OLIVEIRA NETO Corina Maria

14.03.2015

BOUSSIS Aïssa et KURTOVIC Azra

16.03.2015

85


ÉTAT CIVIL - DÉCÉS TEIXEIRA GOMES Ana, ép de DE ABREU Francisco

Esch-sur-Alzette

28.12.2014

WILHELMUS Jean Nicolas, vf de FEILEN Anna Johanna

Esch-sur-Alzette

31.12.2014

BECKER Fernand, ép de DUMMONG Liliane Berthe

Esch-sur-Alzette

02.01.2015

FOROTTI Lucie, divorcée

Niederkorn

03.01.2015

REICHER Marcel, divorcé

Niederkorn

05.01.2015

PROTT Lucie, vve de WAGNER Wilhelm

Niederkorn

06.01.2015

OLIVEIRA DA GRAÇA Silverio, ép de SILVA CARVALHEIRO Maria

Niederkorn

07.01.2015

ORTH Willy, ép de HEINEN Marguerite Erika

Oberkorn

09.01.2015

NOVAIS Maria Amelia, ép de MOREIRA MENDES Pedro

Esch-sur-Alzette

09.01.2015

TAVARES Luciana, vve de PEREIRA NOGUEIRA Virgilio

Oberkorn

12.01.2015

KRIER Véronique Marcelle Marie Louise

Differdange

14.01.2015

NAPOLI Francesco, ép de BELCASTRO Maria Carmela

Niederkorn

16.01.2015

FRANSISSI Léon Justin, vf de BRACONNIER Alvine

Niederkorn

17.01.2015

SANTANA MARINHO Jaci, ép de MARINHO Luiz José

Esch-sur-Alzette

18.01.2015

FIXMER Michel, ép de JUNGERS Joséphine

Niederkorn

20.01.2015

WIRTGEN Robert Joseph, divorcé

Luxembourg

21.01.2015

LUX Nicole Thérèse, ép de NOTHAR Ernst Franz

Niederkorn

23.01.2015

THIRION Joseph Nicolas André, vf de KRIER Alice Catherine Mathilde

Esch-sur-Alzette

24.01.2015

KEMP Fernand Jean Paul, ép. de BOLZAN Belinda Bruna Annunziata

Luxembourg

24.01.2015

LUZI Goffredo, célibataire

Esch-sur-Alzette

25.01.2015

DA SILVA José, ép de DE JESUS OLIVEIRA Maria Alice

Esch-sur-Alzette

26.01.2015

MATTER Serge Felix Edouard, ép de WEBER Suzette Marie

Esch-sur-Alzette

30.01.2015

WAGNER Albert, ép.de STOLTZ Monique

Esch-sur-Alzette

31.01.2015

THILL Marie-Thérèse, vve SCHAUS Henri Eugène

Differdange

02.02.2015

FARIA PEREIRA Amélia, de PACHECO DE ARAÚJO António

Braga (São Vitor), Portugal

02.02.2015

MOREIRA DE MAGALHAES Rosa da Graça, ép de DE CARVALHO FERREIRA Manuel Alfredo

Esch-sur-Alzette

03.02.2015

HERMES Nicolas, ép de DUMMONG Lucie

Differdange

04.02.2015

BINTNER Fernand Albert Michel, ép de HANSEN José Catherine

Esch-sur-Alzette

07.02.2015

WEYER Suzette Paulette, ép de MAQUET Albert

Esch-sur-Alzette

07.02.2015

GERARD Marcelle Marie, ép de SPITONI François Gabriel

Niederkorn

14.02.2015

WAMPACH Liliane Marie Marguerite, vve de BOEVER Léopold

Niederkorn

14.02.2015

MAFFI René, ép. de MAFFI Ermida

Pétange

15.02.2015

DOS SANTOS FERREIRA SIMOES Maria do Céu, ép. SIMOES DOS SANTOS Fernando

Luxembourg

15.02.2015

BOLER Amandine Félicie vve PROMME Ferdinand

Niederkorn

16.02.2015

CHENNAUX Catherine Irène,

Niederkorn

16.02.2015

EHLINGER Sophie Alphonse Thérèse vve HOFFMANN Pierre

Differdange

16.02.2015

FERRONE Gino vf BARTOCETTI Ada

Niederkorn

21.02.2015

SCHLEIDER Mathias Eugène ép. HERMES Erika

Esch-sur-Alzette

21.02.2015

KESSLER Irmina vve MALANO Carlo

Niederkorn

21.02.2015

WAGNER Jeanne Catherine vve PASQUALI Theodor Lorenzo

Differdange

22.02.2015

BODRY Margot Marie Louise vve FUMANTI Lucio

Niederkorn

22.02.2015

86


NARDECCHIA Jean-Paul ép. STAROWICZ Marianne Louise

Oberkorn

26.02.2015

FEIERSTEIN Wilma vve SCHAUL Roger Joseph Jean

Niederkorn

27.02.2015

LINSTER Bernard Nicolas ép. WEILER Jacqueline Elisabeth

Niederkorn

28.02.2015

WAGNER Guillaumine Mathilde ép. MORET Olmes

Esch-Alzette

07.03.2015

BARTOLINI Marina vve CASTELLUCCI Ruggero

Niederkorn

08.03.2015

KANIVé Johann, célibataire

Differdange

23.03.2015

PETESCH Christine Octavia, vve BARTHOLMÉ Nicolas

Niederkorn

23.03.2015

FIORIFERI Giovanni ép FONCK Marguerite

Esch-Alzette

27.03.2015

MARQUES DE MATOS Luis Carlos ép d'ANTUNES PEREIRA MATOS Gloria

Differdange

31.03.2015

87


s e Bxlpuress e

5 1 0 2 y 11 Jul

) A S U ( y a r C t r e Rob g (USA) n i K y e l r i Sh ) A S U ( s e n o dJ Lloy

) A S U ( n a tm t i P n w a h S T) P ( s e u l B er w o P a d d K) U Bu ( d n a B es u l B d r a y l Stee s e g a t s 2 1 – 41 bands NCE A R T N E F R EE r as G e d d n o F Lasauvage & ourg b m e x u L / Differdange

xpress.lu www.bluese ange.lu www.differd rdange.lu fe if d l@ e r u lt cu


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.